2000 - 2007 Bahâ’i Emissiounen um Radio ARA
www.ara.lu
La fréquence
www.bahai.lu de toutes les couleurs
Inhalt
Aféierung 8
1 Positiv Stressbewältegung an der Partnerschaft an am Beruff 9
2 Gebiet a Meditatioun 9
3 Himmel an Häll an d‘Liewen nom Doud 10
4 De Bahâ’i Stand op der Expo 2000 zu Hannover 11
5 Fofzeg Joer Bahâh' zu Lëtzebuerg 12
6 D’Bahâ’i a wat se gleewen 13
7 Motivatioun 14
8 Eng Formatioun mam Institut Pierre Becker zu Uewerdonven, Ruhi 1 15
9 Bahâ’u’llâh an d’Welt am Ufank vum erwuessenen Zäitalter 16
10 Wéi een dat bescht aus eise Kanner an aus eis selwer erausbréngt 17
11 D’Executioun vum Bâb 18
12 D’Nonzéngdeegfest 18
13 Wat et heescht Bahâ’i ginn a sinn 19
14 D’Bahâ’i Schrëften 20
15 Wat de Jugendlechen eiser Gesellschaft bréngt 21
16 Jugend fir Fridden 21
17 Dausend reliéis Perséinlechkeeten 22
18 Véier Konferenzen am Bahâ’i Zenter 23
19 D’Jugend op der Sich no enger neier Visioun 23
20 Den UN Milleniumsgipfel 24
21 International Neiegkeeten an déi offiziell Bahâ’i Internetsäit 25
22 Politik a Moral 26
23 De Bahâ’i Glawen um Intemet 26
24 Trounwiessel zu Lëtzebuerg 27
25 D’Fro nom Gléck 28
26 Aus de Bahâ’i Schrëften 29
27 D’Gebiet, Musek a Sangen 30
Wcb ai (Batt'. SO
29 Toleranz, den éischte Schrëtt fir eng besser Welt 31
30 Onofhängeg Sich no der Wourecht 32
31 Alkohol, Drogen a Medikamenter 32
32 Fridden an der Partnerschaft 33
33 Wéi een zur Erkenntnis komme kann? 33
34 D’Schicksal an d’Netexistenz vum Béisen 34
35 Wéi ee soll sinn 35
36 De BahâM Kalenner 36
37 Geschicht: Gedold 36
38 Gott eemol anescht gesinn 37
39 Beschass 38
40 D’Bahâ’i Schrëften 38
41 Bahâ’u’llâh, Begrënner vum Bahâh Glawen, Deel 1/4 39
42 Bahâ’u’llâh, Begrënner vum Bahâh Glawen, Deel 2/4 40
- 2 -
43 Bahâ’u’llâh, Begrënner vum Bahâ’i Glawen, Deel 3/4 41
44 Bahâ’u’llâh, Begrënner vum Bahâ’l Glawen, Deel 4/4 41
45 D’Faaschtenzäit 42
46 Duuscht no Geeschtegkeet 42
47 D’Séil 43
48 Liewen an Doud 43
49 Weltgesondheetsdag 44
50 Den Nationale Geeschtege Rot 44
51 Wann d’Mënschheet en Duerf vun honnert Leit wier 45
ÉstHiähM HélkiMffc IS&él IsB 46
53 P& Bâb, VMoéIéC' vun der BahA’i RbIiobb, Decl '2 f&- 47
54 D’Bahâ'l Kannerklassen op Besuch um Radio ARA 48
55 En Nomëtteg zu Haifa 48
56 De Bierg Karmel 49
57 Eng Woch am Himmel 50
58 Aussergewéinlech Deeg um Biere Karmel zu Haifa an Israel 51
59 D’Unity Foundation 52
60 D’Summerfest beim Bahâ'i Haus vun der Andacht zu Frankfurt am Taunus 53
61 D’Bahâ'i Haus vun der Andacht zu Frankfurt an hir Ausstellung 54
62 D’Ausstellung am Bahâ'l Haus vun der Andacht zu Frankfurt 55
63 Dem Bahâ'u'llâh Scne Visoun vun eiser Zukunft - Eng nei Weltuerdnung, Deel 1/3 55
64 Dem Bahâ'u'llâh Seng Visoun vun eiser Zukunft - Eng nei Weltuerdnung, Deel 2/3 56
65 Dem Bahâ'u'llâh Seng Visoun vun eiser Zukunft - Eng nei Wcltucrdnung, Deel 3/3 56
66 D’Verfollegung vun de Bahâ'l am Iran 57
67 De Bahâ’l Glawen an hire groussen Zich an unhand vun e puer Zuelen 58
68 Léift 58
69 Existéiert den Däiwel, gëtt et Geeschter a Spiritismus? 59
70 D’Bahâ'i Bestietnis 60
71 D’Weltkonferenz géint Rassissmus 61
72 Den 1 lte September, d’Welt am Schock 61
73 D’Welt nom 1 lte September 2002 62
74 Dat 20t Jorhonnert 62
75 E Modell wéi d’Mënschheet zesumme liewe kann 63
76 Wéi d’Bahâ'i sech organiséieren? 64
77 De lokale Bahâ'i Rot 64
78 Den nationale Bahâ'i Rot 65
79 Berodune 65
80 De Jugendprojet ToutFoi Tout Flamme 66
81 Eis Bczéiunü mat Deem Deen eis erschaf huet 67
82 Geschicht: Encouragement 67
tS 68
84 'Abdo’l-Babâ. Itefl 2/3 68
69
86 De Bénévolat am Bahâ’i Glawen 69
87 D’Bahâ’l Hochzäit 70
88 D’Bahâ’l Hochzäit, en Témoignage vum Esther Zana-Nau (op Franséisch) 70
89 E puer wichteg Datumer an der Bahâ’i Geschicht 70
90 E Bléck op eng Weltgemeinschaft 71
91 De Bahâ’l Glawen, déi jéngst vun den onofhängege Relioune vun der Welt 72
92 Babâ t »’lléh; wéi Hleft offenfcaart huet, Ded 112 72
93 BabâVllih; yéi Bfei offenbaart huet, D»! 2M 72
94 D’Bezéiung mat eisem Glawen 73
95 Eise Kierper an eis Gesondheet 73
96 D’Faaschtenzäit 74
97 Wéi kann ech dat Bescht a mir selwer eraushuelen a kultivéieren? 75
98 The family virtues guide, d’Buch vun den Dugende fir d’ganz Famill 75
99 Déi däitsch BahâM Internetsäit 76
100 Wéi ass d’Bahâ’i Relioun entstan? 77
101 Geschicht: De Kinnek a seng véier Fraen 77
102 Wëssenschaft a Moral 78
^ *
Bahâ ’iEmissiounen um Radio ARA 2000-2007
-3 -
103 Ëffentlech Unerkennung vum Glawen 78
104 D’Ofschafung vu rassescher Diskriminatioun, Deel 1/2 79
105 D’Ofschafung vu rassescher Diskriminatioun, Deel 2/2 80
106 Invitée D’Esther Zana-Nau, L’union européenne (op franséisch) 81
107 Invitée D’Esther Zana-Nau, L’union européenne, suite (op franséisch) 81
108 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 1/4 81
109 Invitée D’Esther Zana-Nau, La foi bahâ’le, une utopie ? (op franséisch) 81
110 Invitée D’Esther Zana-Nau, La vision de la foi bahâ’le (op franséisch) 81
111 Oppene Bréif un d’reliéis Leadere vun der Welt 82
112 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 2/4 82
113 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 3/4 83
114 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 4/4 83
115 Buchvirstellung: Bahâ’u’llâh, am Land vun der Eenheet 84
116 Wat ass de Sënn vun der Schëpfung? 85
117 Réaction des chefs religieux au message sur rélimination du préjugé religieux 85
118 Präis fir Erzéiung: d’Montessori Schoul, Lucknow, Indien 86
119 Lassléisung, Détachement 87
120 Buchvirstellung: 'Abdu'l-Bahâ : Beäntwert Froen 87
121 D’Natur ënnersteet engem allëmfaassende Gesetz 88
122 Wéi mer wësse kënnen, dass et Gott gëtt 89
123 Firwat d’Mënschheet en Erzéier brauch 89
124 Bescheidenheet, eng Dugend 90
125 Le mois de la volonté (op franséisch) 91
126 Bahâ’i Gebieder 92
128 Nohalteg zesummeschaffen, an dat nom 1 lte September 92
129 Geeschteg Grondlage vum Bahâ’i Liewen a wéi d’Bahâ’i d’Zukunft gesinn 93
130 Bahâ’i Texter a Schrëften 94
131 Wat bréngt et u Gott ze gleewen? 94
132 Wat et heescht als Bahâ’i ze liewen 95
133 U Gott gleewcn, an dann? 96
134 Eis Relatioun mam Herrgott 97
135 Ethik a Wirtschaft, um Wee zu enger neier Weltuerdnung 98
136 Korruptioun, Deel 1/2 98
137 Korruptioun, Deel 2/2 99
138 Wéi d’Bahâ’l Chrëschtdag feieren 100
139 Gutt Virsätz fir d’neit Joer 101
140 Buchvirstellung: Gëllen Äppel, Spigelbiller vum Liewen 101
141 Buchvirstellung: Hal mech fest a looss mech lass, Fari Khabirpour 102
142 Buchvirstellung: An du sinn ech Bahâ’i ginn 103
143 Buchvirstellung: Fraepolitik, Farah Dustdar 104
144 Buchvirstellung: D’Mënschheet ënnerwee zur Eenheet, André Brugiroux 104
145 Buchvirstellune: E Jorhonnert vu Liicht, A Century of Light 105
146 Buchvirstellung: Le livre des sagesses 106
147 DTaaschtenzäit 107
148 Internationale Fraendag - Interview mam Esther Zana-Nau fop franséisch) 107
149 D’Bahâ’i Neit Joer - Interview mam Esther Zana-Nau (op franséisch) 108
150 Accueil zu Lëtzebuerg (op franséisch) 108
151 Krich am Irak 108
152 Informatiounsowenter am Bahâ’i Zenter 109
153 Geschicht: Léift, Räichtum an Erfolleg 110
154 E Bahâ’l Begriefnes 110
155 Humor 111
156 D’Welt brauch eng nei Aarbechtsethik 112
157 D’Bahâ’i Perspektiv zu den haitege Weltevenementer 113
158 Frëndschaft 114
159 Relioun a Fraen 115
160 F’éducation: Invitéeën: D’Madame Zana-Nau an den Här Benghozi, Deel 1/3 116
161 F’éducation: Invitéeën: D’Madame Zana-Nau an den Här Benghozi, Deel 2/3 116
162 F’éducation: Invitéeën: D’Madame Zana-Nau an den Här Benghozi, Deel 3/3 116
163 Ausstellung am Europaparlament zu Bréissel iwwer de Bahâ’i Glawen 116
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
164 Geeschteg Nahrung 117
165 D’Bahâ’l Summerschoul aFrankräich 117
166 Péng, Schmäerz a Suergen 118
167 Filmvirstellung: Gott spille fir eng Woch, Bruce Almighty 119
168 Den Dram 120
171 éi&ehte K.Ofttakt mtk ét Bafcl*L Olfcwen a Varstaiid- BaÉl Éff 122
173 Éischte Kontakt mat de Bahâ’l, Berodung, Deel 5/7 123
174 Éischte Kontakt mat de Bahâ’l, Entwécklungsperspektiven, Deel 6/7 124
ÜBteiä^SlHI 4 2 5
176 Kannerklassen am Norde vum Land 125
177 Internationalen Dag vum Fridden 126
178 Presentatioun vum Film: Prendre de l’élan 127
179 Geld 127
180 Sozial an ekonomesch Entwécklung, BahâM Approche 128
183 D’Changementer an der Welt an deem Eenzelne seng Verantwortung 129
184 Visite du Professeur Davachi au Luxcmbouru (op frcmséisch) 130
185 Generositéit 131
186 Buchvirstellung: D’Verbuerge Wierder vu Bahâ’u’llâh, Deel 1/2 132
187 Dat éiwegt Bündnes mam Herrgott 132
188 Buchvirstellung: D’Verbuerge Wierder vu BahâVllâh, Deel 2/2 133
189 De Bahâ’l Glawen, en Humanismus géint dTanatisscmen 134
190 Chrëschtdag a Jesus Christus 135
191 Weltproblemer a wat d’Bahâ’l maachen 135
192 Fridden 136
193 Gerechtegkeet 137
194 Eenheet 138
195 Erzéiung 138
196 D’Maturitéit vun der Mënschheet 139
197 Léift 140
198 Buchvirstellung: D’Bahâ’l Welt 2002-2003 140
199 D’Bahâ’l Wanterschoul zu Bollendorf 141
200 D’Roll vun der Fra 142
201 Den Europäesche Bahâ’l Business Forum 143
202 Fraepräis fir d’Bani Dugal, Bahâ’l Vertriederin vun der Bahâ’i International Community bei der UNO 143
203 Peace Factory 144
204 ‘Abdu’l-Bahâ a seng Stellung am BahâM Glawen 144
205 D’ Fräiheet am BahâM Glawen 145
206 Ridvan - 21sten Abrëll - D’Bahâ’l feieren hire wichtegsten Dag 145
207 Wie schreift d’Zukunft? Deel 1/10 146
208 Wie schreift d’Zukunft? Deel 2/10 147
209 Wie schreift d’Zukunft? Deel 3/10 147
210 Wie schreift d’Zukunft? Deel 4/10 148
211 Wie schreift d’Zukunft? Deel 5/10 149
212 Wie schreift d’Zukunft? Deel 6/10 149
213 Wie schreift d’Zukunft? Deel 7/10 150
214 Wie schreift d’Zukunft? Deel 8/10 151
215 Wie schreift d’Zukunft? Deel 9/10 152
216 Wie schreift d’Zukunft? Deel 10/10 153
217 Honnert Bahâ’i Gospel Sänger zu Lëtzcbucrg - Visiounen 154
218 Texter zum Nodenken 155
219 Courage a Freed 155
220 Visiounen an Texter zum Nodenken 156
220a Buchvirstellung: Honnert Bréiwer u Gott 157
221 Buchvirstellung : D’Liewen ass e Paradis, zu deem mir de Schlëssel fanne kënnen 158
222 All Relioune sinn eng 159
223 Wierder déi inspiréieren 160
224 Beweiser dass Gott existéiert 160
Bahâ ’iEmissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 5 -
225 De Juddentum an de BahâM Glawen 161
226 Dausend Schüler solle sech zum Islam bekéieren oder op hir Studie verzichten 162
227 Geschicht: de Bam 163
228 Identitéit fir de Planéit 164
229 Mir sinn alleguer wéi eng Gittar 164
230 Wat vill Bahâ’l de Summer iwwer maachen 165
231 17ten Oktober, Intemationalen Dag fir d’Ofschafung vun der Aarmut 166
232 Sech virbereeden 167
233 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 1/13 168
234 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 2/13 169
235 Allerhellegen an Allerséilen 170
236 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 3/13 171
237 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 4/13 172
239 Internationale Kannerdag 172
240 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 5/13 173
241 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 6/13 174
242 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 7/13 175
243 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 8/13 176
244 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 9/13 177
245 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 10/13 178
246 Den Tsunami 178
247 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 11/13 180
248 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 12/13 180
249 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 13/13 181
250 D’Fro nom Gléck 182
251 En Owend zu Éiere vum Martin Luther King 182
252 Geschicht: d’Ae vun der Séil 183
253 Wat ass d’Liewen? 184
254 Naw-Ruz an d’Faaschtenzäit 185
255 D’Fréijoer 186
256 Buchvirstellung: La foi bahâ’le, L’émergence d’une religion mondiale 186
257 Naturkatastrofen als Appell fir ze erwächen 187
258 De Poopst ass gestuerwen 188
259 E puer Froen iwwer d’Bahâ’l Gcmeng 189
260 Suerg ëm eng weider Verfollegung vun de Bahâ’l am Iran 190
261 Honnert Joer däitsch Bahâ’l Gemeng 191
262 Pilgerrees am Hellege Land 192
263 Lassléisung, eng Dugend 193
264 De Bahâ’l Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 1/7 194
265 De Bahâ’l Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 2/7 195
266 De Bahâ’l Glawen an e puer Minutten erklärcn, Deel 3/7 196
267 De Bahâ’l Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 4/7 197
268 De Bahâ’l Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 5/7 198
269 De Bahâ’l Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 6/7 198
270 De Bahâ’l Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 7/7 199
271 One Common Faith - Ee gemeinsame Glawen 200
272 Buchvirstellung: D’Duechter vun engcm Prophet 201
273 La parole cachée - Dat verstoppte Wuert - La tribu des malakoum 201
274 De Wäert vu Geschichten 202
275 Konscht am Bahâ’l Glawen 203
276 Weltjugenddag 204
277 Buchvirstellung: Psychology of Spirituality 205
278 Fridden un déi ee gleeft 205
1/2 206
lfeiÉÉ'lifel!a^.SftÉl.'^^ 307
281 Internationalen Dag vum Fridden 208
282 Buchvirstellung : Die Bahâ'l Religion, Ein Überblick, Deel 1/17 209
283 Buchvirstellung: Wëssenschaft a Relioun, Deel 2/17 210
284 Buchvirstellung: De Wee ass d’Zil, Deel 3/17 210
285 Buchvirstellung: Deel 4/17 211
Bahâ ’{ Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
286 Buchvirstellung: D’Liewen nom Doud, Deel 5/17 212
287 Buchvirstellung: D’Liewen nom Doud, Deel 6/17 213
288 Buchvirstellung: De Sënn vum Liewen, Deel 7/17 213
289 Buchvirstellung: Firwat brauche mir Relioun? Deel 8/17 214
290 Buchvirstellung: Aspekter am deegleche Liewe vun engem Bahâ’i, Deel 9/17 215
291 Buchvirstellung: De Charakter, Deel 10/17 215
292 Buchvirstellung: Dat Gutt gesinn, Deel 11/17 216
293 Buchvirstellung: Berodung, Deel 12/17 217
294 Buchvirstellung: Bestietnes a Famill, Deel 13/17 218
295 Buchvirstellung: Gesondheet, Deel 14/17 218
296 Buchvirstellung: Wéi d’Bahâ’l Gemeng sech finanzéiert, Deel 15/17 219
297 Buchvirstellung: Déi intemational Bahâ'l Gemeng an d’UNO, Deel 16/17 219
298 Buchvirstellung: Konscht a Musek- CD From Exile to Exaltation, Deel 17/17 220
299 Encouragement 220
300 Buchvirstellung: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech Phänomeener, Deel 1/6 221
300a Buchvirstellung: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech Phänomeener, Deel 2/6 221
300b Buchvirstellung: Dreem an iwwersënnlech Phänomeener, Deel 3/6 222
3 01 Dgscttt an jww e rafeft ai eeh 223
302 Buchvirstellung: Reinkarnatioun, Deel 5/6 224
303 Buchvirstellung: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech Phänomeener, Deel 6/6 224
304 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 1/6 225
304a Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 1/6 226
305 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 2/6 226
305a Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 2/6 227
306 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 3/6 227
307 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 4/6 228
308 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 5/6 229
309 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 6/6 229
310 De geheime Plang vum Iran fir eng reliéis Communautéit ze exterminéieren 230
311 Iwwer d’Léieren 231
3'12/gteaaift Wuélstapd. Deel M 232
313 Globaie Wudstand. Deel-2^ 233
314 Olobale Wuelstand, Deel 3/3 233
315 De richtege Wee goen - E Buch fir Jugendlech vun 12-14 Joer 234
316 Bahâ’i Gebieder 235
317 D’Muecht vun de Wierder entdecken - E Buch fir Jugendlech vu 15 Joer, Deel 1/2 236
318 D’Muecht vun de Wierder entdecken - E Buch fir Jugendlech vu 15 Joer, Deel 2/2 237
319 Neiegkeeten - Wëssenschaft a Relioun 237
320 Neiegkeeten aus Egypten 238
321 Zeit für Geist: Gedanke fir eng friddlech Welt 239
322 Neiegkeeten - Haifa a Libanon 240
323 Déi offiziell Bahâ’i Internetsäit 241
324 Zeit für Geist: Nei Äntwerten op al Froen 241
325 Terrorismus, intemational Bahâ’i Neiegkeeten 242
326 Kënnen d’Relioun an d’Vernonft sech eigentlech matenee verdroen? 243
327 Sënn an Zweck vum Glawen 244
328 Wéi kritt ee Glawen? 244
329 Studiekreesser: Nodenken iwwer dat geeschtegt Liewen 245
330 D’Versprieche vum Weltfridden, eng Aféierung 246
345 D’Situatioun vun de Bahâ’i an Egypten, Deel 1/2 247
346 D’Situatioun vun de Bahâ’i an Egypten, Deel 2/2 247
347 Gott ass d’Quell vun all de Reliounen - Weltdag vun der Relioun, Deel 1/2 248
348 Gott ass d’Quell vun all de Reliounen - Weltdag vun der Relioun, Deel 2/2 249
349 D’Bahâ’i : Eng Fro, eng Äntwert, Deel 1/10 250
350 D’Bahâ’i : Eng Fro, eng Äntwert, Deel 2/10 250
351 D’Bahâ’i : Eng Fro, eng Äntwert, Deel 3/10 251
352 D’Bahâ’i : Eng Fro, eng Äntwert, Deel 4/10 252
353 D’Bahâ’i: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 5/10 252
354 D’Bahâ’i: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 6/10 253
355 D’Bahâ’i: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 7/10 254
Bahâ ’iEmissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 7 -
358 Wat ass d’Bahâ’i Positioun géintiwwer der Aarmut ? Deel 10/10 256
359 Stimmen Bahâs - Eng speziell Chorale, Deel 1/3 256
360 Stimmen Bahâs - Eng speziell Chorale, Deel 2/3 256
361 Stimmen Bahâs - Eng speziell Chorale, Deel 3/3 257
362 BahâM Neiegkeeten, Deel 1/2 257
363 Bahâ’l Neiegkeeten, Deel 2/2 258
364 Buchvirstellung: D’Trap zum Gléck, Deel 1/2 259
365 Buchvirstellung: D’Trap zum Gléck, Deel 2/2 260
367 Tragcscht Busakzident vu Steeseler Schoulkanner 260
368 Summerfest 2007 am Bahâ’l Haus vun der Andacht 261
369 Zesummestellung vun Texter aus de Bahâ’l Schrëften, Deel 1/4 262
370 Zesummestellung vun Texter aus de Bahâ’l Schrëften, Deel 2/4 263
371 Zesummestellung vun Texter aus de Bahâ’l Schrëften, Deel 3/4 263
372 Zcsummestellung vun Texter aus de Bahâ’l Schrëften, Deel 4/4 264
373 Siechzeg Joer Bahâ’l zu Lëtzebuerg 265
374 Buchvirstellung: Gléck, Deel 1/2 265
375 Buchvirstellung: Gléck, Deel 2/2 266
376 Buchvirstellung: Déi Vcrbucrgc Wierder, Deel 1/2 266
377 Buchvirstellung: Déi Verbuerge Wierder, Deel 2/2 267
Literaturlëscht um Internet 268
Index 269
Literaturlëscht 271
Referenzen 273
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 8 -
Aféierung
Den zweete Mee 2000 konnt een déi éischt Bahâ’i Emissioun um Radio ARA héieren. Bal aacht Joer huet dës
Aventure gedauert, bis am August 2007. Dräihonnertsechsasiwwenzegmol gouf d’Emissioun gesent, Freides owes a
mat enger Widderhuelung Samschdes moies oder Dënschdes. D’Iddi vun der Emissioun war déi, iwwer flott,
interessant an aktuell Themen ze schwätzen an déi aus der Bahâ’isiicht ze beliichten.
De Bahâ’i Glawen ass eng Weltrelioun, mam Zil, dass all Rassen an all Vëlker kënnen an engem gemeinsame
Glawen zesummekommen. Bahâ’i sinn d’Unhänger vu Bahâ'u'llâh. Hien ass fir si deen, deen zu allen Zäite
versprach gouf. Et fënnt een an den Traditioune vu bal alle Vëlker d’Versprieche vun enger Zukunft wou Fridden an
Harmonie op der Äerd wäert etabléiert ginn, d’Versprieche vun enger Zukunft wou d’Mënschheet am Gléck an am
Wuelstand liewe wäert. Mir gleewen dass d’Zäit vun dësem Versprieche komm ass an dass Bahâ'u'llâh dës Persoun
ass an dass seng Léieren der Mënschheet et erlaben eng nei Welt ze schafen. Bahâ'u'llâh schreift op enger Plaz:
„Dat wat den Här als héchst Heelmëttel a mächtegst Instrument fir d’Heelung vun der ganzer Welt
verschriwwen huet, ass d’Unioun vun all senge Vëlker an enger universaler Saach, engem gemeinsame
Glawen. 1 “
Haut huet de Bahâ’i Glawe sech fest an der lëtzebuerger Landschaft etabléiert. Ech si ganz frou, iech kënnen déi
allermeescht Texter vun de Sendungen ze ginn, zesumme mat der Audioversioun. Fir e puer Sendunge gëtt et keen
Text an e puer Sendunge sinn op Franséisch.
E grousse Merci dem Här Nazareno Gottardi, dee gehollef huet, dëse Projet op d’Been ze setzen, dem Nationale
Geeschtege Rot vun de Bahâ’i vu Lëtzebuerg an all de Frënn a Kollegen déi matgehollef hunn, duerch hir Virschléi
an Hëllef. Der ganzer Equipe vum Radio ARA fir hir Offenheet a gudde Wëllen, speziell dem Germain fir seng
Gedold an dem Bert Hoscheit fir seng konstruktiv Virschléi bei der Gestaltung vun der Emissioun.
Ech hu mer vill Méi ginn, déi lëtzebuerger Texter richteg ze schreiwen, awer sécher sinn nach Feeler dran. Ech
denken och hei un déi vill Studenten, déi Lëtzebuergesch léieren, an déi frou sinn, interessant Texter ze liesen an
dobäi d’Texter och kënnen ze lauschteren.
Âre Jean-Marie Nau
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 9 -
1 Positiv Stressbewältegung an der Partnerschaft an am Beruff
Radio Ara, éischt Sendung 2te Mee 2000. An elo d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i. Heiansdo kënnt et alt emol
vir, dass ech mir su allgemeng Froen iwwer Gott an d’Liewe stellen, ... am Stil: Wat maachen ech iwwerhaapt hei?
Weess ech da lo wat de Sënn vum Liewen ass? Virun allem och de Sënn vu mengem Liewen. Ech si jo schliesslech
Number 1, dat duerf een net vergiessen. Abee, wéi gesot, et kënnt vir, dass esou Froen optauchen. Fir iech elo just e
Beispill ze ginn. Dëslescht krut ech eng Invitatioun op e Virtrag vun de Bahâ’i geschéckt: Thema: Positiv
Stressbewältegung an der Partnerschaft an am Beruff. Net oninteressant hunn ech geduecht. Den Dr. Medikus
Peseschkian hält de Virtrag. Een deen ech d’lescht Joer op der Frankfurter Bicherausstellung getraff hunn. Hien
huet nämlech eng Rei Bicher am Fischerverlag erausginn.
Dat ka jo interessant ginn, an doropshi sinn ech net nëmmen an d’allée Léopold Goebel gefuer deen Owend, mee
ech hunn och meng nei Digitalkamera matgeholl. Iwwerrascht war ech natierlech, dass de Konférencier de Fils war
a net säi Papp. Hien ass Bahâ’i an a senger Aarbecht als Psycholog a Psychiater schafft hie virun allem mat Kanner
a Jugendlecher. Den Owend ass gutt gelaf, en huet net ze laang geschwat, just iwwer eng Stonn an en plus war en
och nach witzeg. D’Ambience war gutt. An ech hunn souguer nach eppes verhale vun deem wat e gesot huet. An do
ginn ech himm och Recht. Hie sot et wier wichteg, dass mer géifen eist d’Gläichgewiicht a véier Haaptsaachen
hunn.
An zwar éischtens : Eise Kierper, eis Gesondheet, eist Ausgesinn. Zweetens : Eis Aarbecht, dat wat mer maachen,
eis Leeschtung. Drëttens : Eis Kontakter mat aneren, eis Famill, Kollegen, a véiertens: Eis Phantasie, eis Dreem, eis
Projete fir d’Zukunft.
Resuméiert ass dat eis d’Rezept fir glécklech a frou ze ginn. Wa mer et also fäerdeg brénge fir dee Kuch vu véier
Stécker, also eise Kierper, eis Kontakter mat aneren, eis Aarbecht and eis Dreem a Projeten, gläichméisseg ze
verdeelen an drunn ze schaffen, an eis Zäit och gläichméisseg op déi véier Punkte verdeelen, dann hu mer all
Chancen, glécklech an zefridden ze sinn. Also mir huet et schonn ze denke ginn an et ass einfach eng gutt
Orientéierung.
Niewebäi sief gesot, dass säi Papp, de Nossrat Peseschkian, Begrënner vun der Positiver Psychotherapie ass. Et
kann een dat an Däitschland op verschidden Unie studéieren an ee vu senge Bicher kann ech rekommendéieren,
anzwar eng Kollektioun vun orientalesche Geschichten an der positiver Psychotherapie. D’Buch heescht: Der
Kaufmann und der Papagei, am Fischer Verlag. Eng sou eng orientalesch Wäisheet huet mer besonnesch gutt
gefall, an zwar déi hei :
Pass op deng Gedanken op, well si gi Wierder. Pass op deng Wierder op, well si ginn Handlungen. Pass op dat op
wat s de méchs, well dat gi Gewunnechten. Pass op deng Gewunnechten op, well si ginn däi Charakter a
Pass op däi Charakter op, well däi Charakter gëtt däi Schicksal.
Fir ofzeschléissen, hei nach zwee kleng Zitater aus de Bahâ’i Schrëften : « De Mënsch soll wéi engFlam sinn, sou
dass en all deene Leit Wäermt ka ginn, mat deenen hien a Kontakt kënnt. » « Et duerf een a jidderengem nëmmen
dat gesinn, wat ee ka luewen, datpositift. Wann een dat mécht, ass e gutt mat jidderengem. Gesäit een a kuckt een
awer bei deenen anere just hir Feeler, dann ass et sécher méi schwéier, Frënn ze hunn. Also sollte mer, am Kontakt
mat aneren, seng Qualitéite gesinn a net seng schwaach Säiten »'
Ech hu vun deem Owend e Video zesummegestallt, an d’Konferenz ass och op Cassette opgeholl. Wann s de gär
eng Kopie häss, dann telefonéier dem Bahâ’i Zenter um Nummer 44 22 20.
2 Gebiet a Meditatioun
Fir e Bahâ’i ass de Sënn vum Liewen, Gott ze erkennen, hie gär ze hunn a sech um spirituelle Plang
weiderzentwéckelen. Wéi an deene meeschten aner Reliounen sinn d’Gebiet an d’Meditatioun d’Haaptinstrumenter
zum geeschtleche Fortschrëtt. Bahâ’u’llâh, Begrënner vun der Bahâ’i Relioun huet selwer honnerte vu Gebieder
geschriwwen. Sou zum Beispill Gebieder fir dass ee nees gesond gëtt, Gebieder fir de spirituelle Fortschrëtt,
Gebieder géint Schwieregkeeten, Gebieder fir d’Hochzéit, Gebieder fir d’Liewen an eiser Gesellschaft a Gebieder
fir d’Mënschheet allgemeng.
Jiddereen ass invitéiert sech all Dag e bëssen Zäit zur Meditatioun ze huelen. Ganz bewosst si mir encouragéiert,
owes, wann den Dag gelaf ass, iwwer dat nozedenken, wat mir gemaach hunn an iwwer de Wäert vun deem wat mir
daagsiwwer gezwafft hunn. Doriwwer eraus, ass kee vun eis opgefuerdert eng bestëmmte Form vu Meditatioun
1 Rosen der Liebe, Säit 4.1
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 10 -
auszeüben, wéi zum Beispill mat gekräitzte Been ze sëtzen oder sosswellech Ootmungsübungen ze maachen. Neen,
just de Contraire, jiddereen huet d’Fräiheet, sech déi Form vu Meditatioun erauszesichen, déi him am beschte läit.
D’Kommunikatioun mat deem deen eis erschaf huet dréit also wesentlech zu eiser Entwécklung béi. Ëmmer méi
vun eis sinn awer och zimlech skeptesch géintiwwer all d’Zort vu Relioun, all deem wat mir net verstinn a ganz
besonnesch enger Kraaft, déi eis Virstellung iwwerstéigt. Also ass dat Thema schnell ofgeschloss. Net grad! Vläicht
kann dann eis su héichgehal Wëssenschaft d’Wierkung an den Afloss vum Gebiet, dëser spezialer Kommunikatioun
mat Gott moossen? Genee op déi Fro krut ech dëslescht hei an der Stad am Bahâ’izenter eng interessant Äntwert.
D’Associatioun Couleurs Culturelles hat den Dr. Cyrille Kaszuk zu enger Konferenz agelueden. D’Thema:
L’utilisation du pouvoir de guérison de l’esprit sur le corps. Ënner anerem huet hien erzielt wéi en Doktor an
Amerika viru kuerzem eng Studie duerchgefouert huet, wou hie wëssenschaftlech beweise wollt dass d’Gebiet
engem awer wierklech guer näischt bréngt. Fir dës Studie goufen eng Grupp vu Patienten ausgewielt déi all méi
oder wéineger déiselwecht Wonn um Aarm haten a krute gesot, dass Leit, déi hinnen onbekannt sinn, fir si géife
bieden oder och net. Si wossten et net. D’Fro war dann op elo d’Wonn vun deene Patiente fir déi gebiet gouf, méi
schnell géif heelen wéi d’Wonn vun deene Patienten fir déi net gebiet gouf. Abee d’Iwwerraschung war grouss, well
konträr zu dem wat den Doktor beweise wollt, waren effektiv d’Wonne vun deene Patienten, fir déi gebiet gouf,
éischter geheelt wéi d’Wonne vun de Patiente fir déi net gebiet ginn ass. Natierlech kann een sou eng Studie och
nees a Fro stellen an eng Parti aner Froen ergi sech: Wéi eng Method fir ze bieden ass benotzt ginn? Wéi eng
Gebieder sinn effektiv a wéi eng hunn iwwerhaapt keen Effekt. An dëser Studie war et interessanterweis ganz egal,
u wien d’Leit hiert Gebiet geriicht haten, sief et Christus, Allah, Buddha, oder Krishna zum Beispill. Dat war egal.
Fir e Bahâ’i spillt d’Gespréich mat senger eegener Séil a mat Gott eng immens wichteg Roll. Awer d’Gebiet
beschränkt sech am Bahâ’i Glawen net nëmmen op d’Gespréich. All Aarbecht an all Déngscht, déi mat Léift an
Devotioun gemaach ginn, si schlussendlech genee wéi e Gebiet. De Pestalozzi seet: „ Gleef un dech selwer, gleef un
den ënnere Sënn vun dengem Wiesen, da gleefs de u Gott an un d ’Onstieflechkeet. “ 1 2
Ganz konkret heescht Gebiet also hei Aktion. Ahah ! Den Islam seet zum Beispill dass d’Gebiet wéi eng Lieder ass
tëschent Himmel an Äerd, a mat Hëllef vum Gebiet kann een an d’Paradis kommen. (Ruhi, Buch 1) Déi meescht
vun eis wësse sécher, wat et heescht eng Lieder eropzeklammen. Sou ganz ouni Ustrengung geet dat jo och net.
Oder anescht ausgedréckt: Wann ech gären eppes hätt, dann geet et net wann ech do sëtzen a waarden, bis et mer an
de Schouss gefall kënnt. Nee, sou einfach ass et net. Wann ech owes vun der Aarbecht heemkommen, an et ass
däischter, da sinn ech sou gutt a maachen d’Luucht un, well vum selwe geet se nach net un. An esou ass et och mam
Gebiet, wann ech gären eppes vun där Kraaft hätt, da muss ech eppes dofir maachen, optstoen, den éischte Schrëtt
maachen, de Knäppchen drécken, bieden. Mee normalerweis mache mir dat jo just, wa mer alles anescht probéiert
hunn, wann eis soss näischt méi iwwereg bleift. Dozou e kuerzt Zitat an e Gebiet aus de Bahâ’i Schrëften:
“Dausend Dieren mëcht hien op, wou de Mënsch mol net amstand ass, sech och nëmmen eng virzestellen. ”..
'Erquicke und erfreue meinen Geist. Läutere mein Herz. Entflamme meine Kraft. Alles lege ich in Deine Hand. Du
bist mein Führer und meine Zuflucht. Ich will nicht mehr traurig und bekümmert, sondern glücklich undfröhlich
sein. .., Angst soll mich nicht längerplagen und Sorge mich nicht quälen. Ich will nicht bei den Widrigkeiten dieses
Lebens verharren. .. Du meinst es besser mit mir als ich selbst. ..
Zur Zäit besteet d’Méiglechkeet an engem interessante Atelier matzemaachen an deem et ënner anerem och ëm
d’Gebiet geet. Organiséiert ass dësen Atelier vum Institut Pierre Becker an heescht: Réflexions sur la vie de l’esprit.
Do geet et drëm, d’Bahâ’i Schrëfte besser ze verstoen, ëm d’Gebiet an ëm d’Liewen an den Doud.
3 Himmel an Häll an d‘Liewen nom Doud
3t Sendung löten an 18te Mee 2000. Bis de 25te Juni kann een am Casino an der Ënneschtgaass d’Ausstellung
Strange Paradises kuckegoen. De Casino, de Forum fir zäitgenëssesch Konscht huet do eng Rei vun Artisten
invitéiert, hir ganz perséinlech Notioun vu Paradis duerzestellen. Nodem ech d‘Ausstellung mat enger Visite guidée
gesinn hat, sinn ech Sonndes mat mengem Jong an en Atelier am Casino gaangen, fir Kanner vu 6 bis 12. Nodeems
d‘Animatrice de Kanner d‘Austellung op hir speziell Aart a Weis gewisen huet a wéi si hir Virstellung vum Paradis
um Pabeier haten, war et interessant vun hir erauszefannen, dass si keng genee Virstellung vum Paradis hat, mee
dass si awer den Atelier, de Moment mat de Kanner selwer voll gelieft huet an dass dat fir si am nootsten u
Glécklechkeet erukënnt. Fir mech war et eng Ureegung fir ze kucken wat d’Bahâ’i dann iwwer de Paradis, oder
anescht ausgedréckt, den Himmel soen. Wat ass also eis Virstellung vun Himmel an Häll a wéi denke mir iwwer
d’Liewen nom Doud ?
1 Bahâ’i, wat se gleewen, s.l
2 Rosen der Liebe, s3
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-11 -
Wéi an deenen anere Reliounen, ass d’Iddi déi d’Bahâ’i sech vum Liewen nom Doud maachen, ganz enk mat de
Léieren iwwer d’Natur vun der Séil an dem Sënn vum Liewen hei op der Äerd verbonnn. Bahâ’u’llâh huet
d’Existenz vun enger vernunftbegabter Séil kloer konfirméiert. Hie seet, dass d’Séil an dësem Liewen un de Kierper
gebonnen ass. Si ass et, déi dem Kierper Liewe gëtt an eis eigentlech Wierklechkeet duerstellt.
Obschonn een d‘Séil mat physesche Mëttel net erfaasse kann, mécht si sech duerch eise Charakte bemierkbar, dee
jo bei jidderengem anescht ass. Et ass d‘Séil déi Léift a Matgefill ausstraalt, Glawen a Courage sowéi aner
mënschlesch Qualitéiten, déi een net kënnt erkläre wann de Mënsch just en Déier wär oder eng sophistikéiert
organesch Maschinn.
D‘Séil stierft och net; si ass éiweg. Wann de Kierper stieft, gëtt d‘Séil fräigesat, si ass da neméi un eise Kierper
gebonnen an och neméi un d‘Welt ronderëm si. Si fänkt dann hir Rees duerch déi geeschteg Welt un. D‘Baha‘i
denken dass déi geeschteg Welt déi zäitlos Erweiderung vun eisem eegenen Universum ass, an net iergend eng
konkret physesch Plaz déi wäit ewech vun eis ass.
Den Agank an eng geeschteg Welt kann eis vill Freed maachen. Et kann een den Doud mat der Gebuert vergläichen.
„Eis nächst Liewen ass esou verschidde vun dësem Liewen wéi dat vum Kand am Bauch vun der Mamm virun der
Gebuert. “ Dëst Beispill, des Analogie erkläert ganz gutt eis Existenz hei op der Welt. Sou wichteg de Bauch vun
der Mamm ass fir déi physesch Entwécklung vun engem Mënsch, sou wichteg ass och dës physesch Welt fir
d‘Entwécklung vun eiser Séil. Wann een et esou kuckt, kann ee soen dass eist d‘Liewen eng Zort Atelier ass an
deem ee sech ka perfektionéieren an déi Qualitéiten entwéckele kann, déi een an engem zukünftige Liewe brauch.
„Sachez, en vérité, que si l'âme de 1‘homme a cheminé dans les voies de Dieu elle se retrouvera dans la gloire du
Bien-aimé “. Par la vertu de Dieu! Elle atteindra un rang tel qu ‘aucuneplume ne peut le décrire, ni aucune langue
le mentionner. “
Et kann ee soen, dass den Himmel d‘Méinokommen zu Gott ass; d‘Häll bedeit dann ewäit ewech si vu Gott. Do
wou mir momentan sinn ass dann eng natierlech Konsequenz vun eisen eenzelnen Efforten Spiritualitéit ze
entwéckelen. De Schlëssel zum geeschtege Fortschrëtt ass deen dass ee versicht, dee Wee ze goen dee mer vun de
Prophete gewise kruten. Doriwwer eraus wësse mir net vill iwwer d‘Liewe nom Doud. Wat elo genee d'Liewen
nom Doud ass, bleift fir eis e Rätsel. „D'Wiese vun der Séil nom Doud kann ee net beschreiwen “. 1 Himmel an Häll
hu keng Plaz, mee sinn en Zoustand. Wéi oft spiere mer eis am Himmel wa mer wierklech glécklech sinn a wéi oft
spiere mer eis an der Häll wann et eis wierklech schlecht an dreckeg geet. Himmel an Häll sinn an eis selwer. Also
komme mer net an den Himmel oder an d’Häll wa mer stierwen, mee mir huelen se mat eis.
„E Bahâ ’t lieft an der fester Iwwerzegung, dass seng irdesch Existenz eng Virberedung ass op eng aner, net-
materiell Existenz. Dës Evolutioun féiert hien duerch eng onbegrenzten Unzuel vu Welten ëmmer méi no u Gott
erun, ouni En awerje ze erreechen. “ D‘Bahâ’i gleewen also net, dass dem Mënsch seng Séil sech materiell nei
verkierpert; si erwaarden och kee stateschen Openthalt an engem „Paradis“. Si gleewe villméi un eng séilesch
Progressioun an ëmmer neien, netmaterielle Welten um éiwege Wee zum Gëttlechen. Elo nach zwee kuerz Zitater
aus de Bahâ’i Schrëften: „D ’Séil vum Mënsch ass d’Sonn déi sengem Kierper Liicht gëtt and hien erniert. “ 1 2 „ Wat
fir dem Mënsch säi Kierper d’Sonn ass, ass fir seng Séil d’Sonn vun der Wourecht. “ 3
Zur Zäit besteet d’Méiglechkeet an engem interessante Atelier matzemachen an deem et ënner anerem och ëm
d’Liewe nom Doud geet. En ass vum Institut Pierre Becker organiséiert an heescht: Réfiexions sur la vie de l’esprit.
Do geet et drëm, d’Bahâ’i Schrëfte besser ze verstoen, et geet ëm d’Gebiet an ëm d’Liewe nom Doud. Fir méi Info
iwwer dësen Atelier, telefonéiert dem Bahâ’i Zenter um 442220.
Des Rubrik gouf iech präsentéiert vun de lëtzebuerger Bahâ’i, haut mat Texter aus der Brochüre, Bahâ’i, wat se
gleewen a wat net an der Zäitschrëft: Les bahâ’is, un regard sur la communauté mondiale de la foi bahâ’ie .
4 De Bahä’I Stand op der Expo 2000 zu Hannover
4t Sendung. Dënschdeg 23ten a Freideg 26te Mee. Elo ass et gläich souwäit. Vun Uganks Juni bis Enn Oktober
fluppt et zu Hannover. Da geet nämlech déi éischt Weltausstellung an Däitschland op. Si dauert gutt fënnef Méint,
bis Enn Oktober. Also soll en déi Geleeënheet net verpassen, aleng, mam Partner oder mat der ganzer Famill e puer
Deeg op Hannover ze fueren. Wat een do gebuede kritt, fënnt ee bestëmmt soss néierens op enger Plaz erëm.
Natierlech ass Lëtzebuerg als Land och vertrueden. Fir d’éischt Kéier gëtt versicht d’Weltausstellung net nëmmen
1 Magazine, Les Bahâ’i’s, p.35
2 Ährenlese 80,4
3 AB, Ansprachen in Paris, s28,l
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 12 -
als eng rieseg Publizitéit fir Länner a grouss Firmen ze benotzen, mee fir nei Méiglechkeete a Weeër virzestellen, fir
d’Problemer vun haut an de Grëff ze kréien.
D’intemational Bahâ’i Gemeng präsentéiert zu Hannover net nëmmen hire Glawen, mee besonnesch ausgewielte
Projete vun hirer weltwäiter Entwécklungsaarbecht. Anzwar gesäit een do Beispiller fir Initiativen un der Basis,
Initiativen, déi sech an engem Léierprozess ausbreeden deen net ophält, an e Léierprozess, deen d’Leit dozou
befäegt dass si sech fir besser Liewenskonditiounen asetzen.
Bahâ’u’llâh, Begrënner vun der Bahâ’i Relioun, gesäit de Mënsch als e Bierg, räich un Eedelsteng vun
onschätzbarem Wäert. Hie gesäit d’Zukunftsperspektiv vun der Mënschheet an der Gewëssheet dass eis Äerd
nëmmen ee Land ass an dass all Mënschen seng Bierger sinn. Wann een sech d’Austellung vun der intemationaler
Bahâ’icommunautéit op der Expo ukuckt, soll een e Bild vum Mënsch kréien, dat weist dass de Mënsch ebe wéi e
Bierg ass, räich un Eedelsteng vun onschätzbarem Wäert. Also ech géif scho gär gläwen, dass mir wierklech
eréischt um Ufank vun eiser Entwécklung als Mënsch stinn, mat all de Problemer déi mir momentan hunn. Ech
mengen et geet och drëm, fir positiv iwwer d’Entwécklung vum Mënsch ze denken an dat wat mir mat eiser Äerd
ufänken.
Wéi en Design huet de Bahâ’i Stand ? Vis-â-vis vum Agank vum Globalen Haus, sou heescht deen Deel vun der
Expo, erhieft sech um Enn vum Foyer eng dräi Meter héich Formatioun vu Bléien. Den Design straalt eng gewësse
Rou aus, an d’Inspiratioun vir dësen Design kënnt vum Bahâ’i Haus vun der Andacht zu Nei Delhi, dat wéi eng
Lotusblumm ausgesäit.
Wat gëtt et dann elo alles do ze gesinn ? Ma an all Eck gesäit een eng Präsentatioun vu wesentleche Bahâ’i
Entwécklungsprinzipien an zwar zum Thema Potential entwéckelen, Frae fërderen a no Prinzipie liewen. Dozou
gesäit e Beispiller vu Projeten aus der Entwécklungsaarbecht vun der intemationaler Bahâ’icommunautéit. Vun
deene Projete goufen d’Entwécklungshéichschoul FUNDAEC a Kolumbien an de Fraeprojet MATINYANI a Kenia
zu weltwäiten Expo2000 Projeten erkläert.
Interessant vu lëtzebuerger Siicht ass dat de Projet FUNDAEC vun enger unerkannter lëtzebuerger ONG, eng
Organisation non-gouvememental, mat fmanzéiert gouf, an zwar vu "Unity Foundation", déi och vun der
lëtzebuerger Baha'i Gemeng aktiv ënnerstëtzt gëtt.
Vläicht e puer Wuert derzou, wéi d’Bahâ’i iwwerhaapt organiséiert sinn. D’Bahâ’i gehéieren enger weltwäiter
Communautéit un, mat demokratesch gewielte Réit an 181 Länner suwéi lokal Réit an iwwer 12000 Stiet an
Dierfer. De Glawen un d’Eenheet vun der Mënschheet motivéiert d’Bahâ’i zu enger Onmass vun Aktivitéiten.
Firwat man se dat alles? Ma fir déi sozial, kulturell an ekonomesch Entwécklung ze fërderen an derzou bäizedroen,
Vimrteeler ze iwwerwannen a fir d'Gläichheet vun de Mënschen ze schaffen. D’Aarbecht vun der
Bahâ’icommunautéit ass inspiréiert aus de Schrëfte vum Bahâ’u’llâh. E wichtegt Prinzip ass dobéi d’Iwwerzeegung
dass mir, egal vu wou mer hirkommen an egal wéi enger Relioun oder Rass mer ugehéieren, eist Wëssen
derselwechter himmlescher Quell ze verdanken hunn, also engem eenzege Gott.
Méi Info zur Expo2000 zu Hannover kritt dir mëttlerweil an al Reesbüro, an natierlech um Intemet ënnert
www.expo2000.de . D’Unity Foundation hei zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt am Moment Erzéiungsprojeten an
Indonesien, Brasilien, Kolumbien an an de Marshall Inselen am Pazifik. Wëllt dir méi iwwer d’Unity Foundation
wëssen, dann telefonéiert dem 262520. Ech wëll nach kuerz op zwou Publikatioune vun der internationaler
Bahâ’icommunautéit hiweisen, déi hei gutt passen. Déi éischt heescht: Entwécklungsperspektiven fir d’Mënschheet,
en neit Verständnis vum globale Wuelstand an déi zweet: Wie schreift d’Zukunft, Gedanken iwwer d’20t Jorhonnert.
Dir kritt dës Publikatioune vum Bahâ’izenter um Telefon 44 22 20. D’Redaktioun vun Zeit für Geist, eng Zeitung
déi Iddien a Virschléi fir eng besser Welt vermëttelt, invitéiert dësen Donneschdeg den Owend um 8 Auer op eng
Diskussiounronn mam Marianne Wiltgen, Musektherapeutin a Proff am Conservatoire iwwer d’Thema: Musek an
eis geeschteg Entwécklung. An dat am Bahâ’izenter, 17, allée Léopold Goebel an der Stad.
5 Fofzeg Joer Bahâ’I zu Lëtzebuerg
5t Sendung. Dënschdeg 30te Mee a Freideg 2te Juni. Zu Lëtzebuerg ginn et schonn iwwer 50 Joer Bahâ’i. Hei elo
ganz kuerz e puer wichteg Datumer fir eist d’Land: 1947 komme fir d’éischt amerikanesch an australesch Bahâ’i op
Lëtzebuerg wunnen. E Joer méi spéit hëlt den éischte Lëtzebuerger de Bahâ’i Glawen un. Interessanterweis
kommen déi éischt Bahâ’i aus dem katholeschen, jüddeschen a protestantesche Glawen, wat jo och eent vun den
Ziler vun der Bahâ’i Relioun gutt duerstellt, anzwar d’Eenheet an der Villfalt.
Dat selwecht Joer gëtt an der Stad deen éischte Lokale Rot gebilt. 1952 ass an der Stad den europäesche Bahâ’i
Kongress am deemolege Casino des Bourgeois. E Joer méi spéit gëtt de regionale Benelux Comité forméiert, an
deem natierlech och Lëtzebuerger Bahâ’i dobäi sinn . An deem Joer kafen d’Bahâ’i och hiren éischten Zenter an der
rue Maréchal Foch an der Stad. 1957 gëtt den éischten Nationale Rot vun de Benelux-Staaten forméiert an dat och
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 13 -
mat gewielte Membere vun der lëtzebuerger Bahâ’i Gemeng. 5 Joer méi spéit, 1962, gëtt den éischte Nationale Rot
zu Lëtzebuerg gewielt an e Joer drop bedeelegt sech dëse Conseil un der Wal vum éischten internationale Bahâ’i
Gremium, zu Haifa an Israel. Mëttlerweil gëtt de Bahâ’izenter an der rue Maréchal Foch ze kleng a méi e groussen
Zenter gëtt 1978 um Lampertsbierg kaaft, an der rue des Glacis. Munchereen erënnert sech vläicht un d’Affiche
Centre Bahâ’i am Eecherbierg. 1985 héieren a liese vill méi Leit weltwäit vun de Bahâ’i. Et ass d’intemationaalt
Joer vum Fridden. Den intemationale Bahâ’i Gremium adresséiert eng Friddensbotschaft un d’Vëlker vun der Welt.
D’Versprieche vum Weltfridde gëtt weltwäit iwwerreecht un all Herrscher, politesch a reliéis Perséinlechkeeten an
un all aner Leit, déi meenungsbildend wierken oder sech intresséieren an asetzen, fir dass d’Eenheet vun der
Mënschheet an de Weltfridde kënne verwierklecht ginn. Hei am Land kréien dës Friddensbotschaft eise
Groussherzog de Grand-Duc Jean, d’Membere vun der Regierung a vum Parlament, eis Vertrieder bei der
Europäescher Gemeinschaft, de Monseigneur Jean Hengen, Aerzbëschof vu Lëtzebuerg, den Här Emmanuel Bultz,
Groussrabbiner vu Lëtzebuerg esou wéi e groussen Deel vun der lëtzebuerger Populatioun.
An den aachtzger Joeren, wärend der islamescher Revolutioun am Iran ginn d’Bahâ’i do, just wéinst hirer Relioun
extrem verfollegt. Vill vun hinne verloossen hiert Land als Flüchtling. D’Lëtzebuerger Regiemng hëlt ëm déi fofzeg
Bahâ’i Flüchtlingen op. Si konnten sech alleguer gutt hei am Land integréieren.
1986 gëtt d’Union luxembourgeoise des femmes bahâ’ies gegrënnt. De Bahâ’izenter ass erëm ze kleng, an e neien
Zenter gëtt an der allée Léopold Goebel kaaft.
Mëttlerweil ass d’lëtzebuerger Bahâ’icommunautéit gewuess. Ausser hirem Nationale Conseil huet Lëtzebuerg haut
eelef Lokal Réit an uechter d’Land liewe Bahâ’l an 57 Lokalitéiten. Klasse fir Kanner a Jugendlecher ginn uechtert
d’Land organiséiert. Eng vun den Haaptfüerdemnge vu Bahâ’u’llâh ass eng grondleeënd geeschteg Erzéiung an
allgemeng Schoulbildung fir all Kanner vun der Welt, mam Zil Virurteeler ofzebauen, selbstänneg no der Wourécht
ze sichen a seng Talenter fir de Fortschrëtt vun der Mënschheet anzesetzen. Sou proposéieren d’Bahâ’i zum Beispill
d’Aféiemng vun enger Welthëllefssprooch, déi an alle Schoule soll nieft der Mammesprooch geléiert ginn.
Reegelméisseg ginn hei am Land Summer a Wanterschoulen organiséiert. Si gi jidderengem d’Méiglechkeet
d’Bahâ’i Schrëfte méi genee kennenzeléieren a se vimn allem a Relatioun ze setze mat eisen haitege Besoien a
Problemer. Des Schoulen sinn ausserdem eng super Geleeënheet, sech erëmzegesinn, nei Leit kennenzeléieren a
Spaass ze hunn.
D’Redaktioun vun Zeitfiir Geist, eng Zeitung déi Iddien a Virschléi fir eng besser Welt vermëttelt, invitéiert den
Donneschdeg, 8te Juni um 8 Auer owes op eng Diskussiounronn mam Farah Dustdar, Politikwëssenschaftlerin
iwwer d’Thema: Politik a Moral, nei Spillreegelen fir eng glaafwierdeg Demokratie. Zwou Wochen drop, den 22te
Juni, schwätzt den Nazareno Gottardi, Physiker a Nuklearinspektor bei der Europäescher Gemeinschaft iwwer
d’Eierlechkeet vun de Wëssenschaftler. An dat am Bahâ’izenter, 17, allée Léopold Goebel an der Stad. Telefon: 44
22 20 .
6 D’Bahâ’i a wat se gleewen
6t Sendung. Dënschdeg 6ten a Freideg 9te Juni. Wann een dat Wuert Bahâ’i nach ni héieren huet, ass et schwéier
sech eppes drënner virzestellen. Ech si Bahâ’i. Wat bass du? Bahâ’i. Wat ass dat dann? Eppes fir ze iessen? Nee,
d’Bahâ’i si Mënschen déi hiert d’Liewen no de Léiere vu Bahâ’u’llâh ausriichten. Sou, wéi e Chrëscht u Jesus
Christus gleeft, sou wéi e Musulmaner un de Mohamed gleeft, sou gleeft e Bahâ’i u Bahâ’u’llâh.
Bahâ’u’llâh ass de Begrënner vun der Bahâ’i Relioun. Hien huet am 19te Jorhonnert a Persie gelieft, anzwar vun
1817 bis 1892. D’Bahâ’i gleewen, dass Bahâ’u’llah de Vermëttler vum gëttlechen Impuls fir eist Zäitalter ass.
Bahâ'u'llâh bréngt eiser Zäit also en neien Impuls. Dëse neien Impuls huet natierlech Implikatiounen, net nëmme
spirituell mee och sozial a wëssenschaftlech Implikatioune fir eis all. Bahâ'u'llâh leet domat de Grondsteen fir eng
gerecht Weltgesellschaft, kreativ and dynamesch. D’Haaptzil vun der Bahâ’i Relioun ass Weltfridden, d’Eenheet an
der Villfalt. Also e Gaart mat villen d’Zorte Blummen, net nëmmen eng d’Zort. Eng Welt, wou all Mënsch sech fräi
entfale kann. Wann d’Leit sech wéinst der Relioun streiden a Krich féieren, ass et besser et gëtt keng Relioun.
Relioun war an ass haut nach oft Ursaach vu Krich an Haass op der Welt. Et ginn awer och elo ëmmer méi positiv
Initiativen. Déi verschidde Reliounen schaffen ëmmer méi oft zesummen. Hei an och weltwäit. Viru kuerzem hat de
Poopst zum Beispill och d’Bahâ’i an de Vatikan agelueden fir iwwer d’Zukunft vun der Mënschheet ze
diskutéieren. Mir mussen einfach zesumme schaffe wa mer gären eis Problemer léisen. Aleng geet dat netméi.
D’Bahâ’l liewen haut an 232 Länner an onofhängege Gebitter. Et fënnt ee Bahâ’l a méi wéi 2000 Volleksgruppen a
Stämm.
Déi grouss and eiweg Wourechten si bei all Relioun déi selwecht. Zum Beispill Säi Noper gär hunn, an engem
aneren näischt doen, wat ee selwer net gär huet. Dess eiweg Wourechten fënnt een am Juddentum, Chrëschtentum,
am Islam, am Buddhismus, am Hinduismus an am Bahâ’i Glawen. Gott scheckt eis vun Zäit zu Zäit Propheten, déi
eis proposéieren, wéi mir matenee liewe sollen. Wann een dat elo reng zäitlech gesi kuckt, da war dee leschte
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 14 -
Prophet, dee Gott eis geschéckt huet, Bahâ’u’llâh, am 19te Jorhonnert. Virdrun waren dat Propheten wéi de
Mohammad, de Jesus, de Moses, de Buddha, de Krishna an den Zarathrustra. Op mannst sinn dat déi, déi eis
bekannt sinn. Gott manifestéiert sech also duerch seng Propheten. D’Bahâ’i nennen se och Manifestatioune vu Gott,
oder Gottesoffenbarer.
Wann déi eenzel Reliounen am Wesen dat selwecht soen, wéi d’Léift zu eisem nächsten, Gedold, Matgefill,
Fréndlechkeet a Verzeie kënnen, firwat hu mer da net just eng Relioun? Et wier jo vill méi einfach. Dat ass sécher.
An eigentlech hu mer och just eng Relioun. Och wann se verschidden Nimm dréit.
Bahâ’u’llâh seet dass d’Wourecht relativ ass, an net absolutt. Wat fir d’Wëssenschaft haut zum Beispill wouer ass,
ka mar falsch sinn, wann se zum Beispill eng nei Entdeckung gemaach huet. An de Mënsch selwer entwéckelt sech
a wiesst. An zwar net nëmmen deen eenzelnen, vun der Gebuert bis zum Doud, an duerno. Mee och d’Mënschheet
als Ganzt. Wann een deen Eenzelnen a seng Entwécklung, vun der Kandheet bis als Erwuessene kuckt, kann een
och d’Mënschheet als Ganzt, als eng Eenheet betruechten, déi eng kollektiv Entwécklung matmecht. An haut, no
zéchdausend Joer Entwécklung Mënsch, ass d’Mënschheet un deem Punkt ukomm, wou si aus hirer Pubertéit
erauskomm ass. Am Ufank hunn d’Mënsche jo emol a Gruppen an Horden zesumme gelieft, duerno als Stämm, als
Vollëksstämm a méi spéit an onofhängegen Natiounen. Endlech ass et méiglech Erwuessen ze sinn. Ech betounen
hei et ass méiglech, Erwuessen ze sinn. An dat heescht, a Fridde kënne mateneen ze liewen. Dat heescht das eis
kleng Äerdkugel am Fong nëmmen ee Land ass. Ee Land mat ville Kulturen a Gebräicher, en onheemleche
Räichtum.
Firwat brauche mir als Mënschheet dann een deen eis weist wéi mer solle matenee liewen? Vergläiche mer dat mat
der Erzéiung déi mir an eis Kanner kruten oder kréien, versti mer ganz schnell wéi wichteg Erzéiung ass. Ganz
einfach wesentlech Saachen, wéi liesen a schreiwen. Héiflechkeet, Frëndlechkeet, Gedold a Matgefill si jo zum
Beispill all Qualitéiten, déi ganz nëtzlech sinn. Vu dass mir jo och net nëmmen ee Schoulmeeschter hunn, vun der
Spillschoul bis op d’Uni, kann een och verstoen dass et an der Relioun och sou änlech ass. Dee Schoulmeeschter
mécht jo och keng Algebra an Algorithmen an der Spillschoul, och wann en dat kann. Sou kann een dat zum
Beispill mam Jesus vergläichen. Fréier haten d’Mënschen einfach en anert Opfassungsverméigen wéi haut. Déi
eiweg Wourechten sinn zu all Zäit gültig awer net déi méi praktesch Saachen. Wéi mer matenee liewe sollen. Déi
ännere sech. Déi entwéckele sech. Bahâ’u’llâh ass den éischte Reliounsbegrënner deen eis ganz konkret seet, wéi
mer gutt matenee kënne liewen. Hien huet nëmmen een Zil: D’Eenheet vun der Mënschheet ze erméiglechen a seet:
Des Äerd ass nëmmen ee Land an all Mënsche si seng Bierger. D’Bahâ’i Relioun ass nom Chrëschtentum déi am
wäitverbreetste Relioun op der Welt. D’Bahâ’i Relioun huet keng Paschtéier, keng Bëscheef, kee Clergé.
D’Redaktioun vun Zeit für Geist, eng Zeitung déi Iddien a Virschléi fir eng besser Welt vermëttelt, invitéiert den
Donneschdeg, 8te Juni um 8 Auer owes op eng Diskussiounsronn mam Farah Dustdar, Politikwëssenschaftlerin
iwwer d’Thema: Politik a Moral, nei Spillreegelen fir eng glaafwierdeg Demokratie. Zwou Wouchen drop, den 22te
Juni, schwätzt den Nazareno Gottardi, Physiker a Nuklearinspektor bei der Europäescher Gemeinschaft iwwer
d’Eierlechkeet vun de Wëssenschaftler. An dat am Bahâ’izenter, 17, allée Léopold Goebel an der Stad. Telefon: 44
22 20 .
7 Motivatioun
7t Sendung. Dënschdeg 13ten a Freideg 16te Juni. An elo d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’l. Um Mikro de Jean-
Marie. Dëslescht, an der Cantine vum Centre de Langues, freet mäin ale Kolleg mech. So Jean-Marie, wou kriss du
dann deng Motivatioun hier. Ma dat ass eng gutt Fro. Wou ech meng Motivatioun kréien. Sou eppes freet een sech
jo net all Dag. Sou richteg hat ech mer et och nach net iwwerluecht. Ech mengen, normalerweis huet ee mat 37 seng
Aarbecht, déi engem Spass mécht oder och net. Et huet ee vläicht eng Famill an een zwee Kanner. A normalerwéis
muss ee kucken, dass een iwwer d’Ronne kënnt, finanziell gesinn. Domat ass ee jo awer längst net zefridden. Wat
ech u mengem Kolleg, dem Chrëscht esou gutt fannen ass dat hei. Viru Joeren huet hie sech fir d’Stroossekanner vu
Sao Paulo agesat. Hie wollt hinnen hëllefen. And dat huet hien och gemaach. An dat huet him selwer och vill
Satisfactioun bruecht. Ëmmer erëm kënnt et vir, dass ech nei Saachen entdecken, e flotte Saz liesen, eppes wat mech
inspiréiert. Et ass oft dat wat mech motivéiert. Natierlech och méi Bouf. Hie kritt der elo zeng. Kanner sinn ëmmer
nees faszinéierend. Vun hinne kann ee vill léieren. Mir kenne jo d’Spréchwuert: Mat fale léieren d’Kanner goen. An
do mengen ech, solle mer roueg Kanner bleiwen. Well mir wësse jo och dass een deen näischt mécht, och näischt
brécht. Mee bei eis Erwuessener soll jo alles perfekt sinn. Mat deem Drang no Perfektioun erreeche mer net vill.
Den Trick ass fir vill Iddien ze hunn, an déi schlecht ewechzegeheien. A sou richteg zefridde sinn ech am Fong net.
Schlecht ass dat net onbedéngt. Sou laang ee positiv ass a versicht den nächsten Dag vläicht eppes besser ze
maachen, eppes anescht ze maachen, wéi den Dag virdrun. Dat erëm setzt viraus, dass een, iergendwann am Dag
eng Kéier, iwwer dat nodenkt wat een daagsiwwer alles gemaach huet. Zum Beispill: an do hunn ech awer direkt
geflucht, wéi dee mer d’Virfahrt geholl huet oder an deer Situatioun hat ech iwwerhaapt keng Gedold. Et ass
nämlech vill méi einfach sech all Dag e bëssen ze verbesseren, wéi op eemol wëllen alles an enger Kéier ze
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 15 -
maachen. Mee wéi oft kënnt et mer vir, dass eng Woch vergaang ass, ruckzuck, einfach so, ouni irgendwann eng
Kéier nogeduecht ze hunn, wat ech eigentlech gemaach hunn. Einfach e puer Minuten am Dag fanne fir d’Rou ze
genéissen, ofzeschalten, e bëssen ze meditéieren. Dat ass flott. Jo, an da fänken ech gär un, mech mat aneren ze
vergläichen. Ech froe mech. Wat hunn ech da schonn alles mat menge 37 Joer ëmgerappt. Ass et derwäert driwwer
ze schwätzen. An dann denken ech. Ma lues Jean-Marie. Du kanns dech jo guer net mat anere vergläiche. Et ass jo
keen d’selwecht wéi den aneren. Et huet jo net jiddereen déi selwecht Fäegkeeten a Méiglechkeeten. Jo, a sou geet
et mer mat ville Saachen. Meng Repèren kréien ech meeschtens aus de Bahâ’i Schrëften. D’Bahâ’i Relioun gëtt mer
en Halt. Ech weess dass vill Leit soen: ech brauch keng Relioun déi mer seet wat richteg a falsch ass. Ok, ech hu jo
ëmmer nach mäi fräie Wëllen. Mee vun iergendwou kréien ech ëmmer meng Informatiounen. Vun doheem, wat ech
an der Zeitung liesen. Wat ech um Radio héieren. Wat ech um Fernseh gesinn. Wat meng Frënn mer zielen. Alles
dat dréit derzou béi, wéi ech iwwer eppes denken. De Bahâ’i Modell ass bis elo dat bescht wat ech fonnt hunn.
6-7 Millioune Leit sinn zur Zäit amgaang, weltwäit dëse Modell ze probéieren. Et gëtt kee Mënsch op der Welt dee
perfekt ass. Awer et ginn ëmmer méi Mënschen, déi e bessert Liewen ustriewen. E bessert Liewe fir sech selwer an
e bessert Liewe fir déi, deenen et net sou gutt geet. Mäi Kolleg de Chrëscht, deen de Strossekanner zu Sao Paulo
hëlleft, ass kee Bahâ’i. Mir ginn awer gutt eens mateneen. Ech brauch nun eemol eng Visioun vun enger besserer
Welt. Eng Welt an där mir a Fridde matenee liewe kënnen. An de Bahâ’i Schrëfte fannen ech eng Onmass vun
Ureegungen fir mäin deeglecht Liewen, praktesch Uregungen, déi ech direkt kann ëmsetzen. D’Bahâ’i Schrëfte
soen eis: „D ’Wnert Gottes ass wéi eng Luucht an hiert Liicht ass dëse Saz: Dir sidd all d’Frichte vun engem Bam
an d ’Blieder vun engem Aascht. Fuert mateneen an déiwer Léift an Eenegkeet, Frëndschaft a Verbonnenheet. Ilien,
d’Sonn vun der Wourecht bezeit: Sou staark ass d 'Liicht vun der Eenheet, dass si d’ganz Âerd erliichte kann. “ 1
D’Redaktioun vun Zeit für Geist, eng Zeitung déi Ideen a Virschléi fir eng besser Welt vermëttelt, invitéiert den
Donneschdeg, den 22te Juni, op en Diskussiounsowend mam Dr. Nazareno Gottardi, Physiker a Nuklearinspektor
bei der Europäescher Gemeinschaft iwwer d’Eierlechkeet vun de Wëssenschaftler. An dat am Bahâ’izenter, 17,
allée Léopold Goebel an der Stad. Fir méi Info iwwer dësen Owend, telefonéiert dem 44 22 20. Des Rubrik gouf
iech wie ëmmer offréiert vun de lëtzebuerger Bahâ’i.
8 Eng Formatioun mam Institut Pierre Becker zu Uewerdonven, Ruhi 1
8t Sendung. Dënschdeg 20ten a Freideg 23te Juni. Haut zielen ech iech vun zwee onvergiessleche Weekender zu
Uewerdonven. Mir waren am ganzen zu aacht, vun 18 bis 58. Den Institut Pierre Becker hat dës Formatioun
organiséiert. Si heescht: Nodenken iwwer dat geeschtegt Liewen. Wéi fänkt d’Liewen un a wat ass den Doud, wat
ass de Sënn vum Liewen, wat ass d’Natur vun der Séil, firwat brauche mir en Erzéier, wat geschitt mat der Séil nom
Doud a wéi kënne mer e gutt Liewe féieren?
Ier ech iech kuerz iwwer dës Themen erzielen, wëll ech iech soen, wéi flott et war mat Leit zesummenzeschaffen,
déi obscho se all hei zu Lëtzebuerg wunnen, aus aner Länner a Kulture kommen. Sou zum Beispill de Joubin deen
d’lescht Joer a Brasilie war, fir do der Bahâ’icommunautéit an engem Entwécklungsprojet ze hëllefen, d’Afsi wat
zur Zäit an Amerika studéiert, d’Nikka wat aus Kanada kënnt oder de Bijan vun Ettelbréck, deen awer vill a
Bosnien ënnerwee ass. Dräi Lëtzebuerger, de Roland, d’Janet an de Jean-Marie waren och derbäi. D’Buch mat
deem mir geschafft hunn, ass a Kolumbien an enger Bahâ’i Universitéit iwwer Joeren ausgeschafft, ausprobéiert a
verbessert ginn. Et ass e feste Bestanddeel vun der moralescher Erzéiung a Südamerika a méi a méi Länner
interesséiere sech derfir. Hei elo puer vun de Grondgedanken un deene mer geschafft hunn.
Wéi fänkt d’Liewen un a wat ass den Doud? D’Séil ass eng geeschteg Eenheet, déi vu Gott geschaf gouf. Séil a
Kierper zesumme maachen e Mënsch. Den Doud ass just de Wiessel vun engem Zoustand, duemo entwéckelt d’Séil
sech onendlech weider. De Sënn vun eisem Liewen ass et Gott ze erkennen a bei hien ze kommen.
Deen deen d’Manifestatioun erkennt, also déi grouss Propheten wéi Christus a Mohammed, kënnt Gott méi no.
Genee sou wéi een am Bauch vun der Mamm déi Kräfte kritt, déi een an dëser Welt brauch, so soll een an dëser
Welt Fäegkeeten entwéckelen, déi een an der nächster Welt gebrauche kann.
D’Natur vun der Séil. Wat ass d’Séil. D’Séil ass en Zeeche vu Gott. Eng Séil déi Gott trei bleift, wäert säi Liicht
zréckstralen a si wäert vun him ugezu sinn. Sech zevill u Saache vun dëser Welt ze klammeren verhënnert de Wee
vun der Séil zu Gott. Si maachen eis Séil schwaach. De Mënsch huet d’Fäegkeet Eeegeschafte vu Gott ze
entwéckelen. Wat ee sech jo besser kennt, wat ee Gott besser kennt.
Firwat d’Mënschen en Erzéier brauchen. D’Fäegkeeten an d’Talenter vum Mënsch si verstoppt. Si kënnen nëmme
mat Hëllef vun der Manifestatioun Gottes entwéckelt ginn. D’Manifestatioun vu Gott ze erkennen ass sou gutt wéi
1 Bahâ’u’llâh, Ahrenlese 132:3
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 16 -
Gott selwer ze erkennen. Duerch eng geeschteg Erzéiung kann ech mech richteg kenneléieren a sou meng gutt
Qualitéiten entwéckelen.
Wat geschitt da mat eiser Séil nom Doud? Gott an dësem Liewe kennenzeléieren ass eng eemoleg Geleeënheet. Eis
Séil kann doduerch éiweg glécklech sinn. Wann een déi Chance, Gott kennenzeléieren, einfach eweggeheit, wäert
een dat nom Doud éiweg bereien. Kee weess genee, wéi eist d’Liewen hei ophale wäert. Dofir soll een deem anere
verzeien. Et soll een net mengen, et wier ee besser wéi aner Leit. An der nächster Welt wäerte mir d’Méiglechkeet
hunn, mat all d’Zort Geheimnisser vertraut ze ginn. Mir wäerten och d’Schéinheet Gottes kucke kënnen. An der
nächster Welt wäerte mer all déi erëmgesinn, déi mer gär hunn. Mir wäerten eis un d’Liewen an dëser materieller
Welt erënneren.
Näischt an dëser Welt soll mech traureg maachen, virun allem wann ee bedenkt dass mäi Liewen hei, verglach mat
deem, wat mech nach erwaart, sou schnell wéi ee kucke kann, eriwwer ass. Et kann nach flott ginn.
Wärend deenen zwee Weekender zu Uewerdonven hat ech eemol nees d’Geleeënheet fir mech mat ganz anere
Saachen ze beschätegen. Et hëlleft mer, den Alldag mat aneren Aen ze kucken. Ob eemol soen ech mer. Jean-Marie,
am Fong gëtt et iwwerhaapt keen Alldag. Anscheinend ass all Dag wéi deen aneren. Opstoen, Kaffi drénken,
schaffe fueren, schaffen, iessen, a sou weider a sou fort. Wann ech et fäerdeg bréngen, mäi sougenannten Alldag
opzefrëschen a mat aneren Aen ze kucken, hunn ech vill erreecht. Ech ka jo probéieren, méi intensiv ze liewen. Ech
ka probéieren, e bësse méi fei mat mengen Aarbechtskollegen ze sinn, ech ka probéieren meng Aarbecht e bësse
besser ze maachen, an doheem mech e bësse méi ëm meng Famill ze këmmeren. An zum Schluss nach en Zitat aus
dem Taoismus: „De Mënsch ass souwuel mënschlech wéi och gëttlech. Dat Gëttlecht an him dauert éiweg an huet
onendlech vill Wäert. Dat Mënschlecht ass vergänglech, dat Gëttlecht ass onvergänglech. Dat Gutt am Mënsch
kënnt vu Gott.
9 Bahâ’u’llâh an d’Welt am Ufank vum erwuessenen Zäitalter
9t Sendung. Dënschdeg 27ten a Freideg 30te Juni. Bahâ'u'llâh ass de Begrënner vun der Bahâ’i Relioun. Dat drëtt
Jordausend steet virun der Dier. Ech huele mer haut e bëssen Zäit, fir iwwer d’Welt an dat wat mir draus gemaach
hunn, nozedenken. An ech gesinn dass mir mat ganz ville grousse Problemer konfrontéiert sinn. Mir brauchen eng
nei Approche, wéi mir d’Natur vum Mënsch gesinn a wéi mir d’Natur vun der Gesellschaft gesinn. Eng Approche,
déi koherent an harmonesch ass. Wat ass also de Mënsch, a wat ass d’Gesellschaft? Bahâ'u'llâh huet e sou eng
Approche a senge Schrëften entwéckelt. Hien huet am 19te Jorhonnert gelieft, vun 1817 bis 1892.
Bahâ'u'llâh seet dat hei: Et gi Kräften déi eng positiv Wierkung op d’Natur vum Mënsch hunn. Dës Kräften komme
vun deem Gëttlechen. Dës gëttlech Kraaft weist sech ëmmer nees an der Geschicht. Duerch si konnten dem Mënsch
seng moralesch a geeschtesch Fäegkeete sech lues a lues entwéckelen. A sou konnt dann eis Zivilisatioun
Fortschrëtter man. Dëse Phenomeen widderhëlt sech permanent. En hängt mat de Missioune vun aussergewéinleche
Wiese wéi Krishna, Moses, Bouddha, Jesus a Mohammed zesummen. E Phenomeen dee weder en Ufank nach en
Enn huet, well e ganz einfach e Bestanddeel vun eiser Entwécklung ass.
Mir hunn dat ni verstan, obscho mir jo awer vun dëser Entwécklung profitéiert hunn. Just de contraire. All Kéier,
wann d’Mënschheet eng nei geeschteg Erfahrung matgemaach huet, huet si och eng nei reliéis Struktur opgebaut.
Bis haut ass et esou, dass déi nei geeschteg Kraaft, déi mystesch Begeeschterung, déi sech am Laf vun der
Geschicht ëmmer erëmm gewisen huet, gebremst ginn ass, an dëst duerch intem Widderspréch a Streidereien.
Bahâ'u'llâh vergläicht d’Maturitéit vun der ganzer Mënschheet mat deer vum Eeenzelnen. Jidderee muss an de
verschiddenen Etappe vun sengem Liewen, also no der Gebuert, an der Kandheet an als Jugendlechen, ëmmer nees
stmewelen a sech Méi ginn, fir kënne weiderzekommen am Liewen. Haut ass d’Mënschheet op dee Punkt ukomm,
wou si erwuessen ass. Mir bréngen et elo fäerdeg, eis ganz Entwécklung ze verstoen. Dat ass méiglech, well mir dat
Ganzt haut kënne gesinn. Mir kënnen eis Gemeinsamkeet gesinn. D’Erausfuedemng ass déi, dass mir erkennen a
verstinn, dass mir nëmmen ee Vollek sinn. Wa mir dat maachen, da geet et dorëms, dass mir zesummen
d’Fundamenter vun enger Weltzivilisatioun leeën. Dofir musse mir eis vun enger Rei Saache befreien, wéi zum
Beispill engem egoistischen Individualismus oder engem Glawen, deen eis an eisem Denken anengt.
D’Kraaft déi dëst Weltgewëssen zum Virschäi bréngt ass d’Weltoffenbamng vu Gott. E Versprieche vun dëser
Offenbarung fanne mir an all den hellege Schrëfte vun der Vegaangenheet. De Spriecher vun dëser Offenbarung ass
Bahâ'u'llâh. Seng Léiere stellen eng Skizz duer. E Modell vun der sozialer Organisatioun vun eisem Planéit.
D’Léiere vu Bahâ'u'llâh an den Afloss déi si op eis Zäit hunn, ass dat wesentlescht Evenement vun eiser Zäit.
1 Roland Greis, s. 17 Der Mensch ist zum Fliegen bestimmt, Bahä’i Verlag
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 17 -
10 Wéi een dat bescht aus eise Kanner an aus eis selwer erausbréngt
10t Sendung. Dënschdeg 4ten a Freideg 7te Juli. Déi wuel wichtegst Aufgab vun all Mamm a Papp ass déi, fir hire
Kanner e puer Gronddugenden mat op de Wee ze ginn, e puer gutt Naupen. D’Buch wat ech iech haut kuerz
virstellen, ass esou opgebaut, dass et iech bei dëser Aarbecht hëlleft. Dëse Guide hëlleft iech, Matgefill,
Versteesdemech, Generositéit oder Mëtschgiewegkeet, Guttheet, Entgéintkommes a Frëndlechkeet an är Famill ze
bréngen. Mech huet Buch direkt ugesprach, well hei net vill philosophéiert a gebraddelt gëtt. Et geet ëm ganz
konkret Eegeschaften, déi ech bei mir a menge Kanner entwéckele kann.
Zesummegestallt ass dëse Guide vum ‘Virtues Project’, enger internationaler Organisatioun. Si huet sech et zur
Aufgab gemaach, geeschtegt Wuesstem bei jonk an al ze fërderen. Dëse multikulturellen and interreliéise Guide
weist Elteren an Erzéier, wéi een aus Wierder konkret Aktiounen an aus Idealer, Realitéite mache kann. Déi 52
Dugenden, déi een am Buch fënnt, eng fir all Woch, stamen aus all deene grousse Weltreliounen. Sie stäerken
d’Zesummesinn am Familljeliewen. Déi einfach Strategien hëllefe Kanner aus all Alter sech op eng interessant Aart
a Weis un dem Prozess vu Wuesstem an Entdeckung ze bedeelegen a matzemaachen.
D’Buch erkläert wat déi jeeweileg Dugend ass, wéi een se kann üben a léieren, an hëlleft engem erauszefannen, ob
ee sech scho mat dëser Dugend verbessert huet oder op ee nach drunn ze schaffen huet. Et ass schonn aleng flott
erauszefannen wéivill verschidde gutt Dugenden et iwwerhaapt sou ginn, a wat et dann heescht, zum Beispill
opriichteg, ffëndlech, oder gedëlleg ze sinn.
Am Buch léiert een d’Sprooch vun der Integritéit, der Léift an dem Respekt vu sech selwer. Et weist engem, déi
fënnef Rollen, déi Eltere spillen, ze verstoen. Am Buch entdeckt een nei Weeër fir Zäit zur Meditatioun an
d’Familljeliewen anzeféieren. Et wéist iech, wéi dir Kanner hëllefe kënnt, moralesch Entscheedungen ze man.
De Guide gëtt Erwuessenen a Kanner Geschir fir geeschtlech a moralesch ze wuessen. An dat duerch einfach
Übungen, déi eis hëllefen, dat Bescht aus eis erauszebréngen.
Am Firwuert steet dass d’Aufgab vun den Elteren, déi wuel schwéierst a komplext Aktivitéit op eisem Planéit ass.
D’Eltere sinn dem Kand seng éischt a wichtegst Erzéier. Trotzdem kréien Eltere keen oder bal keen Training wat se
solle man a wéi se et solle man. Leider kommen d’Kanner ouni Gebrauchsanweisung.
De Guide baséiert op véier Grondprinzipien: D’Eltere sinn déi éischt Erzéier vum Kand.
Kanner gi gebuer mat ongeheier Méiglechkeeten: hir natierlech Qualitéiten kënne sech a positiv oder negativ
Eegeschaften entwéckelen. Dëst hängt virun allem dovun of, wéi eng Erzéiung si an den éischte Joer kréien.
Charakter entwéckelt sech an deem d’Kanner léieren, responsabel a moralesch Entscheedungen ze treffen. Eegeléift
a Selbstwäert sinn e natierlecht Resultat wann een no geeschtege Prinzipien a Wäerter lieft.
D’Bahâ'i Schrëfte soen dass fir haut déi wichtegst Aufgab fir deen Eenzelnen doranner besteet, e gudde Charakter
ze hunn, gutt Manéieren an dat mer versiche sollen eist allgemengt Behuelen ze verbesseren. Dat, sou d’Bahâ’i
Schrëften ass d’Haaptuléies vu Gott a senge Propheten, nämlech, der Séil vum Mënsch eng Erzéiung ze ginn an de
Charakter vu jidderengem ze verbesseren an ze verfeineren. Wahrhaftegkeet and Eierlechkeet sinn d’Fundament
vun allen Dugenden. Ouni dës Wahrhaftegkeet an Eierlechkeet ass Progrès an Erfolleg an all de Welte vu Gott
onméiglech. A wann dës Qualitéit beim Mënsch fest etabléiert ass, da kann hien sech och all déi aner gëttlech
Qualitéiten uneegnen. Wat eist eegent Liewen an eise Charakter ugeet, ass Bahâ'u'llâh ganz vehement. Soll de
Bahâ’i Glawen sech mat Erfolleg entwéckelen, da geet dat nëmmen duerch eng Saach an eng Saach aleng. Anzwar
an deem Mooss wéi eist eegent Liewen an eise ganz perséinleche Charakter dës éiweg Prinzipien erëmspigelen.
D’Buch heescht, The Family Virtues Guide, zesummegestallt vum Linda Kavelin Popov am Plume Verlag, ISBN
Nummer 0452278104. Et ass op Englesch an Dir kritt et an all gutt Librarie oder am Bahâ’izenter, allée Léopold
Goebel, Tel 442220. D’Sektioun Diddeleng vun der lëtzebuerger Vereenegung vu Bahâ’i Fraen invitéiert op de
Marché du Tiers Monde, de Sonndeg 9te Juli vun 11 bis 6 Auer. Wann der wëllt um Stand mathëllefen, da mellt
iech beim Farideh Baki um Telefon 522521. Zu Léifreng organiséiert d’Famill Saberi all Freides vun 2 bis 4 eng
Verdéiwung, déi sech op d’Ruhi Method baséiert. Fir méi Info telefonéiert der Famille Saberi um 835765. Zu
Housen am Café des Sports fënnt all 2te Freideg en Diskussiounsowend statt: Thema: Ech diskutéiere mat,
D’Potenzial vum Eenzelnen. De Gilles Molitor huet méi Info um Telefon 26910059 2
11 D’Executioun vum Bâb
1 lt Sendung. Dënschdeg 1 lten a Freideg 14te Juli. De 9te Juli. E wichtegen Dag am Bahâ’i Kalenner. Bei eis am
Land, wéi och an all aner Land, war de leschte Sonndeg besonnesch. De 9te Juli, virun 150 Joer genee, ass de
Virleefer vun der Bahâ’i Relioun gestuerwen. Bahâ’i uechter d’Land hunn sech zesummefonnt fir dësen Dag ze
commémoréieren. Fir vill Leit, déi sech nach net sou laang mat der Bahâ’i Relioun befaassen, war dësen Dag och
eng gutt Geleeënheet, méi iwwer d’Geschicht kennenzeléieren.
^ *
Bahâ Y Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 18 -
Anzwar dréit et sech ëm e jonke Mann, bekannt als de Bâb, wat iwwersat eng Dier, eng Ouverture bedeit. Hien huet
sech a Persie beméit, sozial a reliéis Reformen ze verbreeden. Hien huet en neit Zäitalter prophezeit, en Zäitalter vu
mënschlecher Entwécklung. Vill Leit ware vu sengen Iddien inspiréiert a sou hat hien eng Onmass vun Unhänger.
Dat wat hie sot, huet deenen, déi deemools un der Macht waren, wéineg gefall. Schliesslech war d’Gefor jo grouss,
dass si hiren Afloss géife lues a lues verléieren. Sou huet et dann och net laang gedauert, bis de Bâb festgeholl gouf.
A schliesslech ass hie vun engem Schéisskommando executéiert ginn. D’Geschicht ronderëm dëst Evenement ass
eleng eng Emissioun wäert. Net nëmmen ass hien, de Bâb higeriicht ginn, mee och Dausende vu sengen Unhänger
sinn ëmbruecht ginn. Seng Léieren awer si net mat him gestuerwen. Si sinn haut d’Fundament vum weltwäite
Bahâ’i Glawen.
Wann een sech e bësse mam Liewen an Doud vum Bâb, dem Virleefer vun der Bahâ’i Relioun a vu Jesus Christus
beschäftegt, fënnt een eng Rei Änlechkeeten an hirem Liewen an hiren Doud. Interessanterweis, wollten déi
persesch Autoritéiten, dass en Doktor aus dem Westen de Bâb viru senger Hiriichtung ënnersiche sollt. En Irlänner,
den Dr Cormick. Hie sot spéider dass de Bâb him sot, dass eng Zäit géif kommen, wou souguer Europäer seng
Relioun géifen unhuelen. Den Dokter war dovu net iwwerzeegt. Haut géife sech sécher wonnere wann e geséich,
wéi dem Bâb säi Liewen haut op dausende vu Plazen uechter d’Welt commémoréiert gëtt.
An et gëtt ni d’selwescht commémoréiert. An deene 15 Joer, wou ech elo Bahâ’i sinn, hat ech schonn
d’Geleeënheet, bei ville Bahâ’i Feierdeeg derbei ze sinn, an dat op verschidde Plazen, Sou zum Beispill zu Haifa,
Israel, dem administrativen a geeschtleche Weltzentrum vum Bahâ’i Glawen, an Irland, an Däitschland, Frankräich,
der Belsch, der Schwäiz, Lichtenstein a natierlech bei eis am Ländchen. Entweeder ass de lokale Rot aus der
jeeweileger Uertschaft fir de Programm zoustänneg, oder deejéinege bei dem d’Feier oder d’Commémoratioun
stattfënnt. Leschte Sonndeg war ech zu Iechtemach bei der Famill Balazadeh fir dës Commémoratioun agelueden.
Mir waren ongeféier zu zwanzeg. Ausgewielte Gebieder aus de Bahâ’i Schrëften si vun eenzelne Kanner an
Erwuessener gelies a gesonge ginn. Dertëschent si kuerz Texter iwwer d’Evenement vun dësem Dag virun 150 Joer
virgelies ginn. Duemo gouf et dann wonnerbart Iessen, mat Dessert, Kaffi an Téi. Dobäi bleift ëmmer Zäit fir al
Kollegen a Frënn erëmzegesinn an neier kennenzeléieren. Ausser dem 9te Juli ginn et am Bahâ’i Glawen nach aacht
aner Féierdeeg, wärend deenen ee wa méiglech net schaffe soll.
12 D’Nonzéngdeegfest
12t Sendung. Dënschdeg 18ten a Freideg 21te Juli. D’Nonzéngdeegfest. Eng Mëschung vu Gebiet, Bridderlechkeet
an Demokratie un der Basis. D’Weltuerdnung vu Bahâ'u'llâh, dem Begrënner vun der Bahâ’i Relioun, ëmfaasst all
Deeler vun der mënschlescher Gesellschaft. Dat sinn déi geeschteg Entwécklunge vum Liewen, déi administrativ an
déi, déi sech op eis Gesellshaft bezéien. Déi dräi Entwécklunge ginn op vill Aart a Weise vum Mënsch ausgedréckt.
Sou gëtt eng nei Zivilisatioun opgebaut. D’Nonzéngdeegfest, un der Basis vun eiser Gesellschaft, huet dës 3 Deeler
a sech. Wann D’19 Deegfest am Duerf, an der Stad an an der Groussstad seng Aufgab erfëllt, dann ass dat eng
Institutioun, un dem all Bahâ’i sech bedeelegt. Eng Geleeënheet fir opzetanken, Eenheet a Gemeinsamkeet ze
fërderen, de Fortschrëtt ze sécheren a vimn allem frou ze sinn a Freed ze bréngen. All Member vun der
Bahâ’icommunautéit fillt sech duerch seng Partizipatioun un de Bahâ’i Aktivitéite bedeelegt. Et ass déi éischt Kéier
an der Geschicht (vun de Reliounen), datt et net duergeet just ze gleewen. D’Halschent vum Bahâ’i Liewen ass
aktiv Bedeelegung un de Bahâ’i Aktivitéiten. Dat ass natierlech just eng spirituell Obligatioun, dat heescht et gëtt
keen deen eis kontrolléirt. Well et am Bahâ’i Glawen sou keng Hierarchie gëtt.
D’19 Deegfest ass d’Häerz vum Liewen an der Bahâ’icommunautéit. Et fënnt all 19 Deeg statt, also um éischten
Dag vun all Bahâ’i Mount treffen sech d’Bahâ’i weltwäit an hirer Gemeng. Op eng reegelméisseg Aart a Weis gëtt
versicht d’Eenheet an der Bahâ’i Gemeng ze stäerken. D’Nonzéngdeegfest besteet an der Haaptsaach aus dräi
Deeler. Engem geeschtegen Deel, an deem Gebieder an Texter aus de Bahâ’i Schrëften an aneren hellëge Schrëfte
gelies oder gesonge ginn. Duerno kënnt deen administrativen Deel. Do ass et de lokale Rot vun der Gemeng deen
do matdeelt, wat alles gemaach ginn ass, wéi eng Projeten a Problemer uleien, wat et Neits gëtt aus dem
Weltzentrum, oder Neiegkeete vum Nationale Rot. Jiddereen huet bei dëser Geleeënheet och d’Méiglechkeet,
Uregungen a Rekommondatiounen ze maachen, oder iwwer eppes ze beroden.
D’Berodung ass e wichtegt Fundament vun der Bahâ’i Administratioun. Hei ganz kuerz déi véier wichtegst Punkten
déi een fir eng Berodung brauch. Eischtens: all déi néideg Informatiounen a Point de Vuen zum Thema sichen an
zesummestellen. Zweetens: versiche bei der Diskussioun richteraus, éierlech an héiflech ze sinn, ouni d’Leit ze
attackéieren. Drëttens: wann eng Iddi eemol presentéiert gëtt, da gehéiert se dem Grupp; also net perforce seng Iddi
wëllen duerchsetzen oder Partei ergräifen. A Véiertens: Unanimitéit ass erwënscht, soss gëtt ofgestëmmt an de
Beschloss vun der Majoritéit gëtt ugeholl. Wann de Grupp Décisioun trëfft, versicht jiddereen se voll a ganz ze
akzeptéieren an se ze ënnerstëtzen.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 19 -
Dee leschten Deel vum D’Nonzéngdeegfest ass dee sozialen Deel. Do gëtt zesummen eng Erfrëschung gedronk. Dat
lescht D’Nonzéngdeegfest wou ech war, war zu Rammeldeng bei der Famill Creitz. Et waren iwwer 20 Leit do, mat
engem schéine Programm an zu menger Iwwerraschung engem wonnerbaren Iessen. D’19 Deegfest ass
normalerweis nomëttes oder am fréien Owend, sou dass d’Kanner och kënnen dobäi sinn. D’Kanner an
d’Jugendlech sinn encouragéiert sou wéit et gëtt sech un allen Aktivitéiten ze bedeelegen.
Dës dräi Deeler, de spirituellen, den administrativen an de sozialen Deel, ginn op ganz vill Manéiere gehalen.
D’Nonzéngdeegfest respektéiert an encouragéiert kulturell Villfalt.
Wann een Nonzéngdeegfest héiert kënnt een och mengen, dass et eng grouss Feier mat vill Iessen a Gedrénks ass.
Dat ass net onbedengt esou. An dësem Fall ass et éischter e Fest vu Freed, zesummesinn, e geeschtegt Fest wann ee
wëllt. Och wann een elo nëmme Wasser zervéiert, ass dat an der Rei, well jo méi Wäert drop geluecht gëtt, wéi
eppes zervéiert an offréiert gëtt. Wat een och muss bedenken, ass dat hei. D’Nonzéngdeegfest ass e feste
Bestanddeel wann ee Bahâ’i ass, an et fënnt een et iwwerall op der Welt erëmm. Et ass ëmmer e bëssen anescht.
Well dat hängt jo dervun of, wou D’Nonzéngdeegfest ass, a wien d’Texter, d’Gebieder an d’Musek auswielt.
Natierlech ass den zweeten Deel, d’Berodung an d’Neiegkeeten och ëmmer anescht. An dee leschten Deel, dee
sozialen Deel, léist ganz vill Spillraum zur Kreativitéit. Ganz wichteg bei deem Ganzen ass d’Aart a Wéis wéi et
gemaach gëtt, d’Héiflechkeet mat der ee schonn empfang gëtt, ka vill derzoubäidroen, dass een e flotten Nomëtteg
oder Owend huet.
Hei zu Lëtzebuerg hu mir ronn eng dose Lokal Réit uechter d’Land an also och eng Dose Nonzéngdeegfest. Frot
eemol äre Bahâ’i Bekannten, wéi da säi lescht Nonzéngdeegfest war!
13 Wat et heescht Bahâ’t ginn a sinn
13t Sendung. Dënschdeg 25ten a Freideg 28te Juli. Wéi gëtt ee Bahâ’i? Wat heescht et sech zum Bahâ’i Glawe
bekennen? A wat heescht et Bahâ’i sinn? Dës Froen hunn ech mer virun enger gudder dose Joere gestallt. Ech war
an der Mëttelschoul wou ech de Walter vu Walfer kennegeléiert hunn. Hien huet de Piano gespillt an ech
d’Trompett. De Walter war an ass Bahâ’i. Haut wunnt hien a seng Famill a Brasilien. Fir mech war deemools eng
Zäit wou ech mer déi üblech grouss Froen iwwer d’Liewe gestallt hunn. Fir meng Elteren war Relioun ni en Thema,
éischter Traditioun. Bis ech d’Geleeënheet hat an d’Stad an d’Schoul ze goen, hat ech ni eppes héieren iwwer aner
Reliounen. Ech wosst am Fong net, dass et eppes anescht ausser der kathoulescher Relioun géif ginn. Mir sinn d’Ae
grouss opgaange. Ech hunn d’Hari Krishnaen an der Stad kennegeléiert, Transzendental Meditatioun, Buddhismus
an Taoismus, fir elo nëmmen e puer Richtungen, Reliounen a Philosphien ze nennen, ware fir mech deemools
interessant. An sou si mer dann och fréier oder spéider d’Bahâ’i iwwer de Wee gelaaf. Si haten hiren Zenter
rietserhand wann een den Eecherbierg eropfiert. Deemools waren et eng gutt Dose Jugendlecher mat deenen ech
mech vill opgehal hunn, si ware Bahâ’i an et war alles nei fir mech. Fridden mat sech selwer, Weltfridden,
d’Eenheet vun der Mënschheet, d’Eenheet vun der Welt, d’Eenheet vu Gott, d’Roll vun der Famill, Erzéiung a méi
mystesch Theme wéi d’Séil an d’Liewen nom Doud fënnt ee vill an de Bahâ’i Schrëften. Fir d’Saach elo net an
d’Längt ze zéien, no langem hinn an hir, nodeems ech bal krampfhaft versicht hunn an de Bahâ’i Schrëfte Feeler ze
fannen, nodeems ech eng ganz Parti Leit hei an am Ausland op Konferenzen a Summerschoule kennegeléiert hunn,
war et souwäit. Wat ech méi gesicht hunn, Feeler ze fannen, wat ech méi Wourechten entdeckt hunn déi mer gefall
hunn. En plus war d’Atmosphere an deene meeschte Reunionen a bei de Leit doheem ganz gutt a jidderee war ganz
frëndlech. Ech wollt du schliesslech Bahâ’i ginn. Et war een Owend um Sennengerbierg, op engem Bahâ’i
Feierdag, wou ech meng Kaart ënnerschriwen hunn. Eng einfach Bestätegung dass ech de Jean-Marie, Bahâ'u'llâh,
Begrënner vun der Bahâ’i Relioun unerkennen als Manifestatioun vu Gott fir elo, fir eis Zäit, an dass ech versichen
no senge Léieren ze liewen. D’Deklaratiounskaart déi ech ënnerschriwwen hunn, huet einfach en administrativen
Zweck, wou meng Address steet, sou dass ech Bahâ’i Noriichten an Invitatioune ka geschéckt kréien. Dass een
einfach weess, wéivill Bahâ’i et dann iwwerhaapt gëtt.
Wat ech wëll soen. Bahâ’i gi war fir mech eng relativ einfach Saach. Eng Entscheedung, déi ech gemaach hunn an
déi ech bis haut nach net bereien. Ech hu natierlech d’Fräiheet, zu all Moment ze soen, nee merci, ech hunn es
genuch, ech wëll neméi Bahâ’i sinn. Ech brauch et just ze soen.
Kuerz nodeem ech Bahâ’i war hat ech eng wonnerbar Geleeënheet d’Weltzentrum vum Bahâ’i Glawe méi no
kennenzeléieren. Ech hu wärend zwee Joer an Israel gewunnt an do eng benevol Aarbecht gemaach. Dat hellegt
Land fir d’Chrëschten, d’Judden, d’Mohamedaner an d’Bahâ’i. An dat zu Haifa. Eng onvergiesslech Zäit op enger
Plaz, déi fir all Bahâ’i déi hellegst Plaz vun der Welt ass, well do Bahâ'u'llâh, de Begrënner, begruewe läit. Et ass
awer och d’administratiivt Zentrum vum Bahâ’i Glawen. Wéi d’Häerz vum mënschleche Kierper. Iwwer dës
Erfahrung wäert ech sécher nach eng Kéier e puer Wuert verléieren.
Fir dës Parenthèse zou ze maachen wëll ech soen, dass et fir mech nach eng Bestätegung war, dass meng
Entscheedung Bahâ’i ze ginn, déi richteg war. Wéi ech nämlech den éischten Dag zu Haifa, de Bierg Karmel,
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 20 -
d’Bahâ’i Terrassen eropgaange sinn, hunn ech sou richteg matkritt, dass de Bahâ’i Glawen net nëmmen aus
schéinen Iddien a Gedanke besteet, mee dass do och eng konkret Schéinheet ass, déi ee kann mat bloussem A
gesinn, déi ee kann upacken. Ech schwätze vun de Bahâ’i Gäert um Bierg Karmel, de Sëtz vum héchste Bahâ’i
Gremium, den intemationalen Archiven a nach villen aneren historesche Plazen. An all dat kritt een net sou richteg
mat, wann een net selwer d’Méiglechkeet huet, sech dat unzekucken an ze erliewen. Sech et also sou richteg op
d’Long zéien.
D’Motivatioun fir Bahâ’i ze bleiwe läit awer nach méi an der Inspiratioun déi d’Bahâ’i Schrëfte mer bréngen.
Éischtens ginn et der zweetens gëtt e kee wichtegt Thema zu dem Bahâ’i Schrëften näischt ze soen hunn. Huelt iech
dach eng Kéier e puer Minuten Zäit fir e puer Zeilen aus de Bahâ’i Schrëften unzekucken. Déi däitsch
Bahâ’icommunautéit huet eng ganz flott Intemetsäit mat interessante Linken, ënnert www.bahai.de .
14 D’Bahâ’t Schrëften
14t Sendung. Dënschdeg lten August a Freideg 4ten August. D’lescht Woch hunn ech Iech erzielt, wéi ech Bahâ’i
gi sinn. Bis et esou wäit war, sinn ongeféier zwee Joer vergaangen. Ech wollt nei ufänken. Natierlech geet et net
vun haut op mar. Wat mer awer dobäi gehollef huet, waren d’Bahâ’i Schrëften. An hinne fannen ech ëmmer erëm
Äntwerten an Inspiratioun. Am léifste sichen ech mer en Thema a kucke wat d’Bahâ’i Schrëften derzou soen. Haut
sinn iwwer 100 Bänner aus dem perseschen an arabeschen iwwersat. Déi allermeescht ginn et op englesch, an dann
déi aner grouss Sproochen, spuenesch, franséisch, däitsch, italienesch, an sou weider. Bahâ’i Schrëfte ginn et
mëttlerweil an iwwer 800 Sprochen an Dialekter. Zentral sinn all d’original an authentesch Schrëften zu Haifa an
Israel, dem administrative Sëtz opgehuewen. Déi allermeescht Texter fannt Dir och um Internet ënnert Bahâ’i.
Weltwäit ginn et iwwer 30 Verlagshäiser. Hir Aufgab ass et, d’Bahâ’i Schrëften an déi jeeweileg Sprooch vum
Land ze iwwersetzen. An de Bahâ’i Schrëfte fënnt een eppes iwwer all wichtegt Thema. Wann ech elo eng Fro
iwwer eppes hunn, wou ech näischt an de Bahâ’i Schrëften driwwer fannen, hunn ech d’Méiglechkeet, deem
héchste Bahâ’l Gremium ze schreiwen a si ze froen. Dëse Gremium gëtt iwwrigens all fënnef Joer vun all de
Nationale Réit vun der Welt gewielt. De Gremium ka mer dann eng Referenz zum Thema ginn, oder ka mer soe
wou ech an de Bahâ’I Schrëfte méi driwwer fannen. D’Visioun vum Bahâ’i Glawen ass esou, dass d’Relioun sech
weltwäit nach méi verbreede wäert,an dass eng Majoritéit vu Leit de Bahâ’i Glawen unhuele wäerten. Bahâ'u'llâh
ass net de leschte Prophet, oder Manifestatioun Gottes, dee mer kréie wäerten. Mee sécher fir déi nächsten 1000
Joer wäert d’Bahâ’i Relioun hir Gültegkeet behalen. Geschichtlech an zäitlech gesinn, steet de Bahâ’i Glawen
erréischt am Ufank vu senger Entwécklung. Et si just 100 Joer hir, dass Bahâ'u'llâh, Begrënner vun der Bahâ’i
Relioun, dës Welt verlooss huet. An haut ass de Bahâ’i Glawen, nom Chrëschtentum, déi Relioun déi am meeschten
op der Welt verbreet ass. An d’Mënschheet selwer steet eréischt am Ufank vu senger Entwécklung. Wéi wichteg de
Bahâ’i Glawe fir d’Weltentwécklung ass geet aus folgendem Zitat kloer erfir:
„D ’Welt ass aus dem Gläichgewiucht geroden duerch d ’Kraaft vun dëser gréissten, dëser neier Weltuerdnung. Dat
gereegelt Liewe vun der Mënschheet ass opgewullt duerch d’Wierke vun dësem eenzegartegen, dësem wonnerbare
Svstem. E System, wat bis elo nach kee stierflecht A gesinn huet.
Dëse Modell, de Bahâ’i Modell fonktionéiert weltwäit fir iwwer sechs Millioune Leit, aus deenen ënnerschidlechste
Kulturen. D’Bahâ’i bidden dem Rescht vun der Welt dëse Modell vum Zesummeliewen un. Si sollen et dach
probéieren a selwer entscheeden op et fir si nëtzlech ass!
D’Intemetsäit fir dës Woch kennt aus Frankräich: www.religare.org Do fannt dir eng interreliéis
Referenzbibliothéik. Dir hutt Zougank zu den hellege Schrëfte vu siwe grouss Reliounen: d’Bibel, d’Evangelien, De
Koran, d’Bahâ’i Schrëften, d’Priedegte vum Buddha, d’Baghavad-Gita an Texter vum Zoroaster. 3
15 Wat de Jugendlechen eiser Gesellschaft bréngt
15t Sendung. Dënschdeg 8ten August a Freideg 1 lten August. Den Déngscht un der Mënschheet gëtt am Bahâ’i
Glawe grouss geschriwwen. An der Schoul ffeet een sech jo sécher, wat wëll ech spéider ginn, wat man ech mat
mengem Liewen. An der Zäit wou ee fäerdeg ass mat léieren, oder vimm Sutdium an ier een sech vläicht entscheed
eng Famill ze grënnen a mat schaffen ufänkt, gëtt e Bahâ’i Jugendlechen encouragéiert, sech en halleft oder e Joer
ze huelen, fir irgendwou op der Welt en Déngscht ze leeschten. Dëst Joer gëtt zum Beispill e flotte Video gemaach.
Eng Aféierung an de Bahâ’i Glawen fir Jugendlecher. Dobäi hëllefen och Lëtzebuerger. De Reiz fir méi wäit ze
goen ass och grouss, zum Beispill war de Joubin vun Diddeleng e Joer zu Brasilen an engem Entwécklungsprojet.
D’Martine Schoos aus dem Minett huet Schoul gehal an enger Primärschoul zu Haiti. Et kann awer och an engem
Spidol sinn, oder an engem vun de Bahâ’i Haiser vun der Andacht. Zu New Deli an Indien zum Beispill ass ëmmer
1 Ährenlese no 70
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-21 -
eng grouss Nofro fir Guide ze sinn am Bahâ’i Haus vun der Andacht. Et huet d’Form vun enger Lotusblumm, krut
eng Onmass vun Auszeechnungen wéinst der ongewinnten Architektur. Bis zu 30.000 Leit huelen sech all Dag Zäit,
dës Plaz vu Gebiet a Meditatioun ze besichen fir e bësse Rou, Fridden an Ermuddegung ze fannen. Fir sech
geeschteg nees opzetanken. Aner Bahâ’i Häiser vun der Andacht ginn et hei bei Frankfurt, bei Chicago an Amerika,
zu Kampala an Afrika an zu Sidney an Australien.
Ganz besonnesch ass et, kënnen an Israel am Bahâ’i Weltzentrum ze schaffen.
Dëse Summer geet de Kian Bayani vu Mamer an d’Martine Wiltgen vu Schwebach fir e Joer op Haifa. De Kian an
d’Martine, zesumme mat iwwer 600 aner Jugendlechen, Erwuessenen a Familljen hunn do zu Haifa, dem
administrativen a spirituellem Sëtz vum Bahâ’i Glawen, d’Méiglechkeet hire Glawe vill méi no kennenzeléieren.
Jenodeem wéi eng Fäegkeeten si hunn, bekëmmeren si sech zum Beispill ëm déi wonnerschéi Gäert ronderëm de
Schräin vum Bâb oder si Guide fir all d’Touristen, déi Haifa an d’Bahâ’igäert besiche kommen. D’Ënnerhalung vun
all deenen historesche Gebailechkeeten erfuerdert zum Beispill gutt Handwierker, Leit déi Teppecher kënne
restauréieren, souwéi Moler a Schräiner.
De Sëtz vum hëchste Bahâ’i Gremium ass jo och zu Haifa um Bierg Karmel. Et ass d’Häerz vun deem d’Impulser
an d’Oderen sech ueschter d’Bahâ’i Welt verdeelen. Administrativ Fäegkeeten a Computerspezialisten sinn do vill
gefrot. Sécher wäert ech nach eng Kéier méi am Détail iwwer d’Bahâ’i Weltzentrum schwätzen.
Fir dee Jugendlechen ass sou eng Period vum Déngscht eng gutt Geleeëenheet sech besser ze entscheeden, wéi hien
de Rescht vu sengem Liewen wëll gestalten. D’Bahâ’i Schrëften soen ausdrécklech, dass ee soll eng Aarbecht
maachen, déi der Mënschheet en Déngscht erweist. Dobäi gëtt all sou Aarbecht als Gebiet ugesinn, sief dat eng
Botzfra oder en Dokter, deen operéiert. De Wäert läit an deem, wéi een seng Aarbecht mécht. Zu dësem Thema:
Aarbecht als Déngscht un der Mënschheet, ginn et eng Rei interessant Bäitrag an der Zäitschrëft TEMPORA, vun
der däitscher Bahâ’icommunautéit. Wann der wëllt, schécken ech iech gär eng Kopie dervun.
D’nächst Woch zielen ech iech ausféierlech iwwer de Jugend Festival hei zu Lëtzebuerg. Thema ass Jugend fir
Fridden, mam Fari Khabipour vu Lëtzebuerg, dem Nabil Perdu aus Spuenien an dem Roshan Danesch aus der
Schwäiz, vum 18te bis den 21sten dëse Mount am Centre Convict. Highlight vum Festival wäert sécher den
Ofschlossconcert sinn, Sonndes den 20ten, mat enger ganzer Rei vu Gruppen, hei aus dem Land an de
Nopeschlänner. Wéi gesot, méi doriwwer nächsten Dënschdeg.
16 Jugend fir Fridden
16t Sendung. Dënschdeg 15ten August a Freideg 18ten August. An elo d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i.
JUGEND FIR Fridden. Thema vum Festival dëse Summer am Centre Convict. Um Mi kr o de Jean-Marie.
Den Europäesche Bahâ’i Jugendcommittee organiséiert all Joers eng Rei vu Konferenzen a verschidden
europäesche Regiounen, am Osten an am Westen. Dëst Joer ass eng vun de Konferenzen zu Lëtzebuerg. De
lëtzebuerger Bahâ’i Jugendcommittee, zesumme mat deene vun der Belsch a Frankréich hëllefe mat der
Organisatioun. De Festival dëst Joer heescht JUGEND FIR FRIDDEN an ass am Centre Convict, dës Woch, vum
18te bis den 21sten. Dat ganzt ass ënnert der Schirmherrschaft vun der Commission Nationale de la Coopération,
zesumme mat der UNESCO an der ALNU, der Association luxembourgeoise des Nations Unies.
Jugendlecher aus Frankräich, Däitschland, der Schwäiz, der Belsch an Italien wäerten heihinner kommen. Zweck an
Zil vum Festival ass et d’Jugendlech ze encouragéieren iwwer hir Zukunft nozedenken, an ze kucken wéi si hir
Ideen a Projeten konkret realiséiere kënnen. Ageluede sinn de Fari Khabipour, Psycholog am Enseignement hei am
Land, de Professer Nabil Perdu aus Spuenien an den Här Roshan Danesh, Professer op der Landegg Akademie an
der Schwäiz an Affekot um Gebitt vun de Mënscherechter. Wärend dem Festival gëtt vill a Grappenaarbecht
duerchgeschwat ronderëm Theme wéi: d’Roll vun der Jugend am Opbau vun enger Friddenskultur, wat kann ech
man? Mäi Liewen: Ass et einfach Schicksal oder ass et mäi Choix. (Fari Khabirpour) Wéi steet et mat der Welt?
Wéi kann ech Konflikter léisen? Kann ech ee sinn, dee vereent? (Roshan Danesh) D’Kraaft vun der Eenheet a wéi
ech meng Fäegkeeten entwéckele kann.
All dat sinn Themen iwwer déi um Festival beroden an diskutéiert gëtt. Den Highlight wäert sécher den
Ofschlossconcert sinn, an zwar gratis, an dat Sonndes owes, och am Convict.
Jiddereen deen sech vun dësen Themen ugesprach fillt ka méi Info iwwer de Festival kréien an zwar eemol am
Bahâ’i Zenter. Dat ass den 442220 oder den 021241005 oder den 091369 330, ech widderhuelen, de 442220 oder
den 021241005 oder den 091369330. Dës Woch proposéieren ech Iech als Intemetsäit, e bësse Musek ze lauschtere
vun engem Bahâ’i dee Museker ass. Matthew Levine ass säi Numm, hien huet schonn e puer gutt CDen
erausbraecht, déi mer ganz gutt gefall hunn. Hie séngt zum gréissten Deel, an oft am Stil Frank Sinatra. Lauschtert
einfach eran. Dat ass: www.mp3.com/mlevine
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 22 -
17 Dausend reliéis Perséinlechkeeten
17t Sendung. Dënschdeg 22ten a Freideg 25ten August. An elo d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i. 1000 reliéis
Perséinlechkeeten treffen sech bei de Vereente Natiounen op engem historesche Sommet fir Weltfridden.
Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht, dass reliéis a geeschtlech Perséinlechkeete vun deene verschiddene
Relioune vun der Welt zesummekommen, an dat zu New York den 28ten dëse Mount. Et geet drëm, wéi ee kann
zesumme mat de Vereenten Natiounen eng Partnerschaft vu Fridden opbauen.
Wéi bréngt een et fäerdeg, dass déi reliéis a spirituell Communautéite weltwäit kënnen zesummeschafften als
interreliéis Partner mat de Vereenten Natiounen, an zwar ganz konkret bei spezifesch Initiativen, wat Fridden,
Aarmut an Ëmwelt ubelaangt.
Dat ass d’Zil vun dësem reliéise Sommet. Representéiert sinn all Regioune vun der Welt, souwéi all déi grouss
reliéis Traditioue vu Bahâ’i, Buddhismus, Chrëschtentum, Konfuzianismus, Hinduismus, Indigène, den Islam, de
Jainismus, de Judaismus, Shinto, d’Siks, den Taoismus a Zoroaster.
De reliéise Sommet fänkt den 28ten August un, zu New York bei de Vereenten Natioune. Et wäerten och reliéis
Perséinlechkeeten aus den aktuelle Konfliktzone kommen, wéi zum Beispill aus Sierra Leone, aus dem Balkan,
Indonesien, Äthiopien, d’Philipinnen, Ruanda an dem Sudan. Wéi e Bäitrag kënne si maachen, déi reliéis
Spannungen an hire Géigende méi kleng ze man.
Zu dësem Sommet huet en onofhängege Grupp vun interreliéise Perséinlechkeeten, reliéis Fachleit an Theologen
opgeruff. Méi Info doriwwer fannt dir am Intemet ënnert www.pmewswire.com
Nach eng erfreelech Neiegkeet aus dem Internet. www.beliefnet.com ass wahrschéinlech ee vun deene wichtegste
reliéisen Intemetsiten déi et haut gëtt. Et ass en Diskussiounsforum an d’Bahâ’l bedeelegen sech vill dmnn.
Beliefnet leet vill Wäert drop dass vimn allem grouss an unerkannte Reliounen sech un den Diskussioune
bedeelegen. Den Chat iwwer d’Bahâ’i Relioun um Internet ganz allgemeng on och bei beliefnet huet an der Lescht
schéin zougeholl an huet mëttlerweil dee selwéchtege Stellewäert wéi aner Relioune. Dat heescht dass elo de Bahâ’i
Glawe vun honnerttausende vu Visiteuren op hirer Internetsäit bekannt gemaach gëtt. Nach eng Kéier dës Address
wou iwwer reliéis Saachen diskutéiert gëtt: et ass www.beliefnet.com
Eng Nouvelle aus Eisträich: E Bahâ’i Geschäftsmann ass gefrot ginn, wéi d’Prinzipie vu sengem Glawen him a
senger Aarbecht hëllefen. Den Dr. Faramarz Ettehadieh, e Bahâ’i, dee Virsetzende vun der Imperial Finance Group,
ass vum Siemens Forum Academy of Life invitéiert ginn iwwer säin erfollegräicht Geschäftsliewen a seng
perséinlech Philosphie ze schwätzen. Dëst zu Wien vimn 250 Geschäftsleit, Economisten an
Universitéitsprofesseren.
Dës Academy of Life huet dëst Joer den Dr Ettehadieh gewielt. Zu dësem Ulass ass och en Dokumentarfllm iwwer
säi Liewe gedréint ginn. De Film fänkt mat engem Zitat aus de Bahâ’i Schrëften un: D ’Âerd ass nëmmen ee Land
an all Leit si seng Bierger. Am Film geet kloer erfier das säi Liewe vum Bahâ’i Glawe geprägt ass.
Nom Film ass den Dr. Ettehadieh vun engem Moderater a sechs Experten aus Economie, Psychologie, Philosophie,
Ethik a Gesetz interviewt ginn. Duemo hat jiddereen d’Geleeënheet him Froen ze stellen. Net nëmmen ass hien
iwwer seng ekonomesch Strategie gefrot ginn, mee ëmmer nees iwwer seng Relioun a wéi hien d’Bahâ’i Prinzipien
a sengem Alldag uwennt. D’Imperial Finanzgmpp an hiert Aktiesystem, gëtt ausgewielte Projeten an
Entwécklungslänner direkt ökonomesch Hëllef duerch d’Contributioun vun Dividende vun all Investor.
18 Véier Konferenzen am Bahâ’i Zenter
18t Sendung. Dënschdeg 29ten August a Freideg lte September. An deene nächste Wochen hutt Dir D’Geleeënheet
u véier Konferenzen deelzehuelen, alleguer am Bahâ’i Zenter, 17, allée Léopold Goebel an der Stad an dat um 8
Auer owes.
Innere Edelsteine, die Chance, das Beste in sich und in anderen zu entdecken und zu entfalten ass dat éischt Thema,
a gëtt vum Marion Gottardi presentéiert, an dat Méindes owes den 1 lte September.
Dënschdes owes, den 19te September schwätzt de Femand Schaber iwwer d’Thema: Die Zukunft gehört der
Jugend, Herausforderung und Potential.
D’Thema vun der nächster Konferenz ass: Solutions Spirituelles desprohlèmes du monde, op franséisch also mam
Dr Nazareno Gottardi, Inspekter bei Euratom. Dat ass Mëttwochs den 1 lten Oktober.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-23 -
Eenheet an der Verschiddenheet mam Georges Pfeiffenschneider ass d’Thema vun der 4ter Konferenz, eng Woch
méi spéit, Mëttwochs den 18ten Oktober, an dat wéi och déi aner Konferenzen, owes um 8 Auer am Bahâ’i Zenter
an der Stad. Tel: 442220.
Zu der éischter Konferenz Innere Edelsteine, die Chance, das Beste in sich und in anderen zu entdecken und zu
entfalten hunn ech e puer Zitater aus de Bahâ’i Schrëfte fonnt: Bahâ'u'llâh seet: „Betrachte den Mënschen als ein
Bergwerk, reich an Edelsteinen von unschätzbarem Wert. Nur die Erziehung kann bewirken, daß es seine Schätze
enthidlt und die Mënschheit daraus Nutzen zu ziehen vermag. “
An zum Thema Erzéiung sot 'Abdu'l-Bahâ virun 100 Joer dat hei: Es gibt drei Arten der Erziehung: die körperliche,
die mënschliche und die geistige Erziehung.
Die körperliche Erziehung befaßt sich mit Fortschritt und Entwicklung des Körpers, indem sie materielle
Erleichterungen, Behaglichkeit und Entspannung für ihn sicherstellt. Sie gilt in gleicher Weisefür Mënschen und
Tiere.
Die mënschliche Erziehung bedeutet Kultur und Fortschritt, nämlich Regierung, Verwaltung,
Wohlfahrtseinrichtungen, Verkehr, Handel und Gewerbe, Kiinste, Natur- und Geisteswissenschaften, große
Erfindungen und Entdeckungen physikalischer Gesetze. Diese Âußerungen des Menschengeistes maachen den
Unterschied zur Tierwelt deutlich.
Die geistige, göttliche Erziehung ist die Erziehung zum Himmelreich. Durch sie erwirbt der Mensch göttliche
Vollkommenheiten. Sie ist die wahre Erziehung, denn auf dieser Stufe tritt das Göttliche im Menschen in
Erscheinung, und die Worte »Lasset Uns Menschen schaffen nach Unserem Bild und Gleichnis«, werden in ihm
offenbar. Dies ist das höchste Ziel der Menschheit.
Dazu brauchen wir einen Erzieher, der zugleich körperlicher, menschlicher und geistiger Erzieher ist, und dessen
Autorität in allen Bereichen Einfluß hat. Wenn jemand sagen wollte: »Ich habe einen vollkommenen Verstand und
ein rasches Auffassungsvermögen und bedarf dieses Erziehers nicht«, so wiirde er selbsNerständliches leugnen und
wie ein Kind sein, das sagen wiirde: »Ich brauche keine Erziehung, ich werde nach meiner Einsicht und Vernunft
verfahren und so alle Vollkommenheiten der Welt erwerben«, oder er wäre wie ein Blinder, der sagen wiirde: »Ich
brauche kein Augenlicht, denn es gibt viele Blinde, die sich zurechtfinden können.«
Die Notwendigkeit eines Erziehersfür den Menschen ist demnach klar und deutlich erwiesen. Méi zu
dësem Thema wéi gesot, Méindes, den 1 lte September um 8 Auer owes am Bahâ’i Zenter mam Marion
Gottardi.
19 D’Jugend op der Sich no enger neier Visioun
19t Sendung. Dënschdeg 5ten a Freideg 8te September. No engem gelongene Festival am Convict iwwer d’Thema:
Jugend fir Fridden, bidden d’Organisatoren eng Rei Konferenze mat uschléissendem Gespréich un. D’Zukunft
gehéiert der Jugend, Herausfuerderung a Potential, ass eng vun de Konferenzen, an zwar mam Femand Schaber, an
dat am Bahâ’i Zenter, Dënschdes, den 19ten September um 8 Auer owes.
Hei e puer vu senge Gedankegäng: Wou steet d’Jugend an eiser haiteger Gesellschaft? Desorientéierung am Fréijoer
vum Liewen, an d’Sich no enger neier Visioun. Et läit bei eis selwer.
Zum éischte Punkt: Wou steet d’Jugend haut?
Déi Jugendlech an eis Wegwerfgesellschaft. D’Gefore vun der Konsumgesellschaft. Wéi eng Idoler hu mir haut?
D’Anonimitéit an der Mass. D’Flucht ëm all Präis an op d’Käschten anerer. Oflenkung am Plaz Hiwendung. Aus
Angscht vimn der Rou, sinn der vill, déi sech an d’Fräizäitindustrie flüchten. Si si sech neméi bewosst, dass am
Fong, hiert ënnerst, eidel ass. Et langweilt een sech neméi. Domat bleift d’Illusioun vun engem ausgefëllte Liewen
weider bestoen. Et lieft ee jo nëmmen eemol, also wa schonn, da scho richteg!
Den Zwang fir deen éischten an dee beschten ze sinn: D’Bild vun enger materialistescher Héichglanzgesellschaft
mam Drang zum Extreemen. Iellbougesellschaft an dat scho vu klengem un. Spëtzesportler, Spëtzegehälter,
Topmanager, Spëtzepolitiker si Begrëffer, déi mer onbewosst anootmen. Si beaflossen onbewosst onst d’Handlen
an ons Denkweis. Stelle mer eis dach all déi Spëtze vir: Wat ee méi héich ass, wat de Sauerstoff méi dënn gëtt;
d’Gefor vun engem schnellen Eroffalen ass héich. Alles an allem e liewensfeindleche Milieu! Näischt géint
Weiderentwécklung awer alles am Gläichgewiicht vun de Kräften.
Zum zweete Punkt an zwar dee vun der Desorientéiemng: Gëtt et dann ënner Ëmstänn eng liewenswäert Zukunft?
D’Polaritéiten: Sech selwer erkennen ass nëmmen een Deel vum Ganzen. Den éischte Schrëtt ass ewech vun der
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 24 -
Desorientéierung. Et ass méi liicht sech ëm d’Mënschheet ze këmmeren wéi ëm de Mënsch. Vu wou huele mer
dann d’Visioun an déi nei Uerdnung? An dat féiert eis zum drëtte Punkt: D’Sich no enger Visioun.
Et geschéie Wonner iwwerall ronderëm eis: mir musse léieren, d’Schëpfung nees nei ze liesen, nei kennenzeléieren!
D’Eenheet vun der Mënschheet am neien Zäitalter. D’Kraaft an d’Vitalitéit vun der Jugend. Sech kloer sinn iwwer
de Sënn vum Liewen. Courage hunn, anescht ze sinn! Geeschtegkeet an enger materialistëscher Welt.
Geeschtegkeet heescht och Liewensfreed, net Asketentum. Et gi vill Méiglechkeeten fir Hëllef ze leeschten. Aus de
Bahâ’i Schrëften dat hei: „Sieft iech bewosst, wéi en Afloss a wéi eng Verantwortung dir hutt! Geheit e klenge Steng
an d’Wasser a kuckt wéi d’Kreesser ëmmer méi grouss ginn: erkennt är Roll a verpasst är Geleeënheet net. “
"Vernoléissegt net d’Fäegkeeten, déi dir krut, a verpasst är héich Bestëmmung net... “ /
Nächste Méindeg den Owend um 8 Auer schwätzt Marion Gottardi iwwer Thema: Innere Edelsteine, die Chance,
das Beste in sich und in anderen zu entdecken und zu entfalten. Wéi ëmmer am Bahâ’i Zenter, telefon 44 2220.
20 Den UN Milleniumsgipfel
20t Sendung. Dënschdeg 12ten a Freideg 15te September. Virun iwwer 100 Joer sot Bahâ’u’llâh: „Lasst euren Blick
weltumfassend sein, anstatt ihn auf euer Selbst zu beschränken. Befasst euch nicht rastlos mit euren eigenen
Belangen! Lasst euere Gedanken fest auf das gerichtet sein, was das Glück der Menschheit wiederherstellen und
der Menschen Herzen und Seelen heiligen wird. “ 1 2
DTescht Woch hu sech fir d’éischte Kéier an eiser Geschicht, iwwer 150 Staats a Regierungschefen aus aller Welt
bei de Vereenten Natiounen zu New York zesummefonnt, fir an Aarbechtsgruppen iwwer global Problemer ze
diskutéieren.
Virun iwwer 100 Joer sot Bahâ'u'llâh: „Die Zeit muß kommen, da die gebieterische Notwendigkeitfiir die Abhaltung
einer ausgedehnten, allumfassenden Versammlung der Menschen weltweit erkannt wird. Die Herrscher und Könige
der Erde miissen ihr unbedingt beiwohnen, an ihren Beratungen teilnehmen und solche Mittel und Wege erörtern,
die den Grund zum Größten Weltfrieden unter den Menschen legen. Ein solcher Friede erfordert es, daß die
Großmächte sich um der Ruhe der Völker der Erde willen zu völliger Aussöhnung untereinander entschließen.
Sollte ein König die Waffen gegen einen anderen ergreifen, so miissen sich alle vereint erheben und ihn daran
hindern. Wenn dies geschieht, werden die Nationen der Welt außerfiir die Wahrung der Sicherheit ihrer Reiche und
die Aufrechterhaltung der inneren Ordnung in ihrem Staatsgebiet keine Waffen mehr brauchen. Dies wirdjedem
Volk, jeder Regierung und Nation Frieden und Ruhe sichern. Wir möchten gerne hoffen, dass die Könige und
Herrscher der Erde, die Spiegel des barmherzigen und allmächtigen Namens Gottes, diese Stufe erreichen und die
Menschheit vor dem Angriff der Tyrannei beschirmen werden. ... “ 3
DTescht Woch um Millenium Forum, hat den Techeste Ahderom, Repräsentant vun der intemationaler
Bahâ’icommunautéit bei der Vereenten Natiounen, d’Méiglechkeet, vim Weltleaderen ze schwätzen an hinnen un
d’Häerz ze leeën, sech un enger globaler Partnershaft mat der ziviler Gesellschaft ze bedeelegen, dat heescht
d’ONGen, d’Netregierungsorganisatiounen.
Den UN Generalsekretär Kofi Annan a seng Mataarbechter hu wärend deene leschte 2 Joer un dëser gréisste
Konferenz geschafft. Domat wëllen si en Zeechen am neie Jorhonnert fir Fridde, Fortschrëtt a Vëlkerverstännegung
setzen. D’Resultat vun der dräideegeger Konferenz ass déi sougenannte Jordausenderklärung. Doranner gi bal all
aktuell Problemer vun der Mënschheet thematiséiert an éiergäizeg Ziler fir déi nächst Joerzéngte gesat.
Sou sollen zum Beispill d’Staate vun der Welt et fäerdegbréngen, dass bis 2015, nëmmen hallef souvill Mënschen
op der Welt aarm sinn, dat heescht manner wéi 40 Frang den Dag fir ze liewen hunn, a keen Zougank zu propperem
Waasser hunn.
An der gläicher Zäit, also 15 Joer, soll d’Ausbreedung vun Aids a Malaria gebremst ginn an all Kanner sollen
d’Méiglechkeet kréien, d’Primärschoul fäerdeg ze man.
Ausserdeem soll déi ekonomesch Globaliséierung den Ecart tëschent Aarm a räich net méi grouss man, mee fir
jidderee gläichméisseg Virdeeler bréngen.
Bahâ'u'llâh sot virun iwwer 100 Joer dass d’Aerd nëmmen eng Heemecht ass an all Mënschen hir Birger sinn.
D’Bahâ’i Schrëfte soen dëst zum Thema: „Die Vereinigung der ganzen Menschheit ist das Kennzeichen der Stufe,
der sich die menschliche Gesellschaft heute nähert. Die Einheit der Familie, des Stammes, des Stadtstaates und der
1 Ährenlese
2 Ährenlese, 43:5
3 Ährenlese, 117
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-25 -
Nation ist nacheinander in Angriff genommen und völlig erreicht worden. Welteinheit ist das Ziel, dem eine
gequälte Menschheit zustrebt. Der Aufbau von Nationalstaaten ist zu einem Ende gekommen. Die Anarchie, die der
nationalstaatlichen Souveränität anhaftet, nähert sich heute einem Höhepunkt. Eine Welt, die zur Reife
heranwächst, muß diesen Fetisch aufgeben, die Einheit und Ganzheit der menschlichen Beziehungen erkennen und
ein fiir allemal den Apparat aufrichten, der diesen Leitgrundsatz ihres Daseins am besten zu verkörpern vermag. “
Dës Woch proposéieren ech iech eng Internetsäit ze besichen, déi iech en Iwwerbléck gëtt, wat et alles neits
weltwäit iwwer d’Bahâ’i gëtt. Dat alles ënnert www.enlighten.ca , dat ass www.enlighten.ca Bis haut ass dës Säit
200.000 mol besicht ginn. An dës Rubrik gouf iech, wéi ëmmer präsentéiert vun de lëtzebuerger Bahâ’i.
21 International Neiegkeeten an déi offiziell Bahä’I Internetsäit
21t Sendung. Dënschdeg 19ten a Freides den 22 September. E ganz interessanten a schéine Bericht iwwer déi nei
Terrassen zu Haifa a wéi d’Stad sech ännert, fannt dir an der renoméierter israelischer Dageszeitung Jerusalem Post
vum 3 lten August, an dat och um Intemet ënnert www.jpost.com
Eng wëchentlech Intemetradiosendung mam Titel Bahâ ’i Perspectiven kënnt dir elo am Netz héieren. Déi genee
Sendezäit fannt dir op der Internetsäit vum Sender, anzwar ass dat: www.abcradio.org
Sydney steet um Kap: An dësen Deeg kuckt alles op Australien. An déi australesch Bahâ’i Gemeng huet mat Zäit,
mam Ufank vun den olympesche Spiller hir nei Internetsäit vum Haus vun der Andacht bei Sydney fräigeschalt. Dir
fannt dës Säit ënnert www.bahai.org.au/temple Interessant ass an dësem Zesummenhang och, dass d’Cathy
Freemann lëschte Freideg d’Fakel ugefang huet, fir d’Olympësch Spiller unzefänken. D’Cathy Freemann war
Weltmeeschter iwwer 400 Meter a 1996 hat si d’Sëlvermedaille zu Atlanta hanner der Franséisin Marie-Josée Perec
gewonnen. D’Cathy Freemann ass Australerin, eng stolz Aboriginal a Bahâ’i.
Déi offiziell Internetsäit, d’Bahâ’iwelt, krut e Facelift, en Tapéitewiessel. Eischtens lued se mol vill méi schnell wéi
déi al. Si ass och méi erfreeleg a méi einfach ze liesen. Déi éischt Säit ass an dräi Deeler agedeelt. Uewen den Titel:
Bahâ’i World mat enger Rei Leit déi all zimlech frou a glécklech drakucken. Dann op der lénkser Säit hutt der
d’Méiglechkeet iech d’Säiten op englesch, franséisch, spuenesch, portugisesch oder persesch-arabesch unzekucken.
Ausserdeem kritt der do aacht Theme ganz kuerz präsentéiert: Dir kritt, wann der wëllt: eng kuerz Aféierung, en
Iwwerbléck iwwer de Bahâ’i Glawen, mat de wichtegsten Personagen, Institutiounen, d’Grondléieren, d’Geschicht
an d’Aktivitéiten.
Déi zweet Iwwerschrëft befaasst sech mat den Haaptpersonagen an den Institutiounen. Do fannt der méi detailléiert
Informatioun iwwer d’Begrënner vum Bahâ’i Glawen, d’Quell vun hirer Eenheet an der Successioun vun der
Autoritéit zënter der Gebuert vum Bahâ’i Glawen.
Geeschteg oder spirituell Wourechten nennt sech déi drëtt Iwwerschrëft. Do geet et ëm theologesch Sujeten, wéi
zum Beispill d’Konzept vu Gott, eise geeschtegen Ursprong, sowéi d’Roll vun der Relioun, d’Roll vum Gebiet an
d’Roll vum Liewen an Doud.
Da komme mer bei d’Bahâ’l Helleg Schrëften. Douzou gehéieren Auszig aus de Schrëfte vu Bahâ'u'llâh, dem Bâb
an AbduT-Bahâ, souwéi d’Schrëfte vum Shoghi Effendi, an d’Statements vum Universalen Haus vun der
Gerechtegkeet.
Eng Global Communautéit stellt sech duemo vir. D’Aktivitéite vun de Bahâ’i ronderëm d’Welt. D’Weltzentmm
vum Bahâ’i Glawen an d’Initiative vun de Bahâ’i bei de Vereenten Natiounen.
Sechste Punkt: Eng nei Visioun fir d’Zukunft fir eis all: Wat soen d’Bahâ’i iwwer Fridden, weltwäit Prosperitéit,
Regéieren op intemationalem Niveau an d’Zukunft vun der Mënschheet als e Ganzt.
An der zweetleschter Rubrik fannt dir eraus, wéi d’Bahâ’i sech ronderëm d’Welt fir d’Mënscherechter asetzen, fir
sozial a moralesch Entwécklung souwéi d’ Weiderkomme vu Fraen. An zum Schluss eng Rubrik wou dir Artikelen
iwwer aktuell Theme liese kënnt.
Unsech ass d’Internetsäit eng Invitatioun fir all déi, déi méi iwwer eise Glawen wësse wëllen. Fir all déi, déi wësse
wëllen, aus wéi enger Perspektiv mir d’Vergaangenheet gesinn, wou mer haut stinn, a wat eis Visioun vun der
Zukunft ass. Also konnektéiert iech, www.Bahâ’i.org, déi offiziell Intemetsäit vum Bahâ’i Glawen. Dës Rubrik
gouf iech wéi ëmmer offréiert vun de lëtzebuerger Bahâ’i. Méi Info um 44 22 20
22 Politik a Moral
22t Sendung. Dënschdeg 26ten a Freides den 29te September. Dës Woch ass d’Farah Dustdar vun der
Volkshochschule Solingen agelueden e Virtrag iwwer hiert neit Buch ze halen: „ Vom Makropluralismus zu einem
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 26 -
Makropluralistischem PolitikmodeU“ D’Buch ass am Duncker an Humblot Verlag vu Berlin ze kréien. D’Farah
Dustdar ass 1948 am Iran gebuer, a lieft zënter 1967 hei am Land, zu Ettelbréck. Si huet zu Tréier
Politikwëssenschaft, Soziologie a Sozialpsychologie studéiert. Si huet schonn eng Rei Bicher verëffentlecht, ënner
anneren: D’Fra an de Weltfridden, Usätz zu einer gewaltfreier Gesellschaft an Abschied von der Macht, Demokratie
a Verantwortung. Ech hu mech mam Farah Dustdar iwwer hiert neit Buch ënnerhalen an hu probéiert iech e bëssen
Appetitt op d’Buch ze man.
Tëschent der Politik an der Moral besteet en uraalt Spannungsverhältnis. Wéi den Aristoteles scho gesot huet, geet
et bei der Moral dorëms, flr déi Saachen, déi eis schueden ze ënnerloossen. Mir solle gutt Saache man. An der
Politik ass et awer oft anescht. Do steet oft d’Machtstriewen an d’Duerchsetzung vun Interessen am Mëttelpunkt.
De Politiker ass gebieden seng Interessen an déi vu senger Partei, an de Leit déi hie gewielt hunn, duerchzesetzen.
D’Striewen no Macht steet och ganz oft beim Politiker am Mëttelpunkt. Wat ass d’Konsequenz dovun? Ma et
bréngt dat politescht Verhalen an eng aussermoralesch Sphere. Dass dat wat d’Politiker alles sou man, net ëmmer
moralesch ass, gesäit ee spéitstens dann, wann een an de Medien ëmmer méi iwwer d’Opdeckung vu politische
Skandaler gewuer gëtt. Ausserdeem stousse mer un e puer grondsätzlech Problemer wa mer elo u moralesch
Gesetzer denken; well déi Gesetzer bezéie sech oft op eppes, wat een net direkt gesäit. Jidderee vun eis huet e fräie
Wëllen an entscheed fräiwëlleg, wat e maache soll. Zum Beispill: Mir wëssen all wat gutt a moralesch ass. Wann et
awer drëm geet op ech léie soll oder d’Wourecht soll soen, entscheeden ech selwer; huelen ech Rücksicht op déi
aner oder setzen ech egoistesch meng eegen Intressen duerch? An dofir muss de Mënsch sou erzu ginn, dass dat wat
e mécht, mat senge moralesche Prinzipien iwerenee stëmmt.
Hei stéisst de Politiker awer op zwee grondleeënd Problemer: éischtens si vill politesch Entscheedunge komplex,
villschichteg a musse wärend längerer Zäit träitéiert ginn. Dofir ass et oft schwéier ze entscheeden, wat moralesch
vertrietbar ass a wat net. Beispiller dofir sinn d’Ëmweltproblematik oder d’Rüstung. Zweetens kann d’Politik
nëmmen am Kader vun der Verfassung vun engem Stat moralesch handlen. Op intemationalem Plang gi Konflikter
awer oft duerch Kricher geléist. A wou e Krich ufänkt hält d’Moralitéit op. Wa mer gär hätten dass d’Politik mat
der Moral iwwerenee stëmme soll, da musse mer Kricher ganz ofschafen. Dat heescht, Konflikter ouni
Gewaltuwendung an ouni Waffen, mee duerch Gesetzer léisen. Hu mir et verluer, moralesch ze denken? Moralesch
denken, heescht d’Liewe vu jidderengem ze schützen a jidderengem seng Intressen ze berücksichtegen. Fir genee
dat setzt sech d’Bahâ’i Relioun zenter méi wéi 150 Joer an. Fir eng global Ethik. An de Bahâ’i Schrëfte fanne mer
dass net deen stolz soll sinn, „dee säin eegent Land gär huet, mee deen, deen d’ganz Welt gären huet. D’Âerd ass
nëmmen ee Land an all Mënsche si seng Bierger. “
Eis demokratesch Länner hu sech awer historesch gesinn am Kader vum Nationalstaat entwéckelt. Fir also eng
global Ethik an der Politik ze verwierklechen, brauche mer en neit Denken. Mir brauchen en anert Bewosstsinn. An
domat verbonnen, mussen eis Wäerter sech och änneren. Wat sinn dës nei Gedanken a Wäertvirstellungen? A wéi
kënne mer se praktesch ëmsetzen? Wéi eng nei Spillreegele brauche mer an der Demokratie, fir dass eis Politik eiser
Moral och méi no kënnt? Dat sinn d’Froen op déi d’Farah Dustdar an hirem neie Buch méiglech Äntwerte gëtt. Fir
méi Info iwwer d’Buch, telefonéiert dem Bahâ’l Zenter um 442220.
23 De Bahâ’I Glawen um Internet
23t Sendung. Dënschdeg 3ten a Freides 6ten Oktober, an aus Versehen, Dënschdeg, den lOten Oktober.
Hautdesdaags ass et modern eng Internetsäit ze hunn, eng Homepage mat Fotoen, animéierte Biller an e bësse
Video wa méiglech. Fir Firmaen a Geschäfter kann eng Intemetsäit vill Sue rabréngen. Fir Organisatiounen,
Veräiner a Reliounen ass den Intemet eng Méiglechkeet, sech der Welt virzestellen, ganz einfach, onkomplizéiert.
D’Méiglechkeet eppes um Internet nozekucken hängt net vun enger bestëmmten Zäit of. Et kann een et man, wann
ee wëll, oder wann een Zäit derfir huet. Wat de Bahâ’i Glawen ubelaangt, sou ass flott ze gesinn, wéivill Variatioun
et gëtt: wéivill ënnerschiddlech Intemetsäiten. Säite, vun eenzelne Bahâ’i, Säite vun Institutiounen, wéi zum
Beispill engem lokale Rot, oder Säite vun der jeweiliger Nationaler Bahâ’i Gemeng. Et ginn awer och Säiten mat
verschiddenen Interessen, wéi zum Beispill Bahâ’i Säiten iwwer Thema Konscht a Musek, Medezin a Gesondheet,
oder Ekonomie a Wirtschaft. An da gëtt et déi offiziell Intemetsäit iwwer de Bahâ’i Glawen, www.bahai.org ,
zesummegestallt vun der intemationaler Bahâ’icommunautéit. D’BIC, d’Bahâ’l International Community, wéi se
besser bekannt ass, repräsentéiert de Bahâ’i Glawen op intemationalem Plang no baussen. Ech kann nëmme
recommandéieren, iech dës Säit unzekucken, an elo e klengen Ausschnëtt vun der Säit, anzwar d’Aféiemngssäit, an
dat ënner www.bahai.org .
Häerzlech wëlkomm bei der Bahâ’i Welt: „D’Âerd ass nëmmen ee Land an d’Mënschheet si seng Bierger. “ Mir si
Bahâ’i - Membere vum Bahâ’i Glawen, déi zweet wäitst verspreete Relioun vun der Welt, an dee Glawen deen an
235 Länner a Gebidder uechter d’Welt etabléiert ass. Mir stamen aus iwwer 2100 ethnesche Gruppen a weltwäit si
mer ëm déi 5 Milliounen. Zenter méi wéi engem Jorhonnert si Bahâ’icommunautéiten ronderëm d’Welt amgaang,
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 27 -
Barrièrë vu Virurteeler tëschent Leit ofzebauen. Zesumme mat aner gläichgesënnte Gruppen offréieren si e Modell
vun enger globaler Gesellschaft. De Kär vun eisem Glawe besteet an eiser Iwwerzeegung, dass d’Mënschheet ee
Ganzt ass, an zwar mat enger gemeinsamer Bestëmmung: An de Wierder vu Bahâ'u'llâh, Begrënner vun eisem
Glawen: „D ’Âerd ass nëmmen ee Land an d’Mënschheet si seng Bierger“. Bahâ'u'llâh huet eis geléiert dass et e
Gott gëtt deen der Mënschheet säi Wëllen op eng progressiv Aart a Weis matdeelt. Jiddereng vun deene grousse
Reliounen, déi mer vun de Gottesoffenbarer kruten, Moses, Krishna, Buddha, Zoroaster, Jesus, Muhammed,
repräsentéiert eng successiv Etapp an der geeschteger Entwécklung vun der Zivilisatioun. Bahâ'u'llâh, dee rezentste
Gottesoffenbarer an där Rei, huet eis Léiere bruecht, déi sech mat de moraleschen a geeschtegen Erausfuerderunge
vun der modemer Welt befaassen. — Mir invitéiern iech, méi iwwer eise Glawen erauszefannen, - hir Perspektiv vun
der Vergaangenheet, hiert Verstoe vun eiser haiteger Zäit an hir Visioun vun der Zukunft.... Souwäit zu der
Aféiemng. Dann hu der d’Méiglechkeet, verschidden Themaen méi am Detail ze kucken. Dat sinn: Eng kuerz
Aféiemng, d’zentral Personnagen an Institutiounen, geeschteg Wourechten, d’Bahâ’i Helleg Schrëften, eng global
Communautéit, eng nei Visioun fir d’Zukunft vun der Mënschheet, sozial Aktioun, Perspektiven a wat et neits gëtt.
Wéi gesot, nieft dëser offizieller Bahâ’i Präsenz am Netz, hu dir d’Méiglechkeet eng einfach Recherche ze maachen
ënnert Bahâ’i, bahai. Nieft de Säite ginn et och eng Rei Emailgruppen iwwer verschidden Intressen, wéi Medezin
an Heelung, Wirtschaft an Ekonomie, Journalismus a Konscht a Musek. All dat dréit derzou béi, dass een sech awer
weltwäit ka matdeelen an sou och Frendschafte schléisst, Haiser vun der Andacht besiche geet a sech u weltwäite
Projete bedeelege kann. Dës Rubrik gouf iech wéi ëmmer offréiert vun de lëtzebuerger Bahâ’i.
24 Trounwiessel zu Lëtzebuerg
24t Sendung. Freideg den 13ten an Dënschdeg de 17ten Oktober. E neie Grand-Duc an eng nei Grand-Duchesse zu
Lëtzebuerg. Trounwiessel hei zu Lëtzebuerg. De Grand-Duc Henri an d’Grand-Duchesse Maria Theresa. Et passt
sech vläicht bei dëser Aktualitéit, ze kucke wéi dann de Bahâ’i Glawen zu Kinneken a Weltleadere steet a wat
d’Bahâ’i Schrëften dozou soen.
Bahâ'u'llâh, Begrënner vum Bahâ’i Glawen, huet vimn iwwer 100 Joer, ganz kloer an däitlech de Kinneken, de
Weltleaderen, de reliéise Leaderen an der Mënschheet ganz allgemeng Folgendes proklaméiert: „dass dat laang
versprach Zäitalter vu Weltfridden a Bridderlechkeet endlech komm wier an dass Hie selwer den Iwwermëttler vun
dësem neie Message war: dass Hien dës Kraaft vu Gott wier, déi deen därzäitege Svstem vun Antagonismus an
Haass tëschent de Mënschen transforméiere géing an de Geescht an d’Form vun enger neier Weltuerdnung schaffe
géif “ 4
A sengem Bréif un d’Kinnegin Viktoria vun England vergläicht Bahâ'u'llâh d’Welt mat engem kranke Mënsch,
deem seng Krankheet doduerch verschlëmmert gouf, dass hien an d’Hänn vun ongeschéckten Doktore gefall ass.
Hie kennegt un, wat déi richteg Medezin ass:
„ Wat den Här als héichst Mëttel a mächtegst Geschir fir d’Heelung vun der ganzer Welt bestëmmt huet, ass
d’Vereenegung vun alle Völker an enger allëmfaassender Saach, engem gemeinsame Glawen. Dat kann net anescht
erreecht gin, wéi duerch d’Kraaft vun engem erfahrenen, allgewaltegen ... Dokter... “ 5 Bahâ'u'llâh gëtt hirer
Majestéit och seng Unerkennung, dass si de Sklavenhandel ofgeschaaft huet an dass si d’Berodung an d’Hänn vun
de Volleksvertrieder geluecht huet.
D’Kinigin Maria vu Rumänien, Enkelin vun der Kinnigin Viktoria an dem Zar Alexender den zweeten, un dee
Bahâ'u'llâh e Bréif geschriwwen hat, huet 1926 de Bahâ’i Glawen ugeholl an huet sech ëffentlech derzou bekannt. 6
Iwwer den Usproch an d’Stellung vun dësem Glawen sot d’Kinnigin Maria vu Rumänien dat heiten: „Et ass wéi
eng grouss Ëmaarmung, eng Ëmaarmung, déi all déijeeneg zesummeféiert, déi laang noch Wierder vun der
Hoffnung gesicht hunn. Dëse Glawen erkennt all grouss Propheten un, déi virun him sinn, räisst keng aner
Glawensbekenntnisser néier a léisst all Dieren op. D 'Bahâ ’i Léier, so schreift d’Kinnigin weider, bréngt der Séil
Fridden an dem Häerz Hoffnung. Wien no Gewëssheet sicht, deem sinn d’Wierder vum Papp wéi e Sprangbuer an
der Wiiste no enger laanger Wanderschaft. Hir Schrëften, sou bezeit d Kinnigin an enger anerer Erklärung mat
Bezuch op Bahâ’u’llâh an Abdu ’I-Bahâ, sengem Jong, sinn e grousse Ruff zum Fridden, deen iwwer all Grenzen
hinausreecht an all Meenungsverschiddenheeten wéinst Ritualer an Dogmen iwwersteigt. ... Et ass eng wonnerbar
Botschaft, déi Bahâ’u'llâh a säi JongAbdu ’l-Bahâ eis ginn hunn. Si hunn allen zwee dës Botschaft net aggressiv
opgemaach, well se wossten, dass de Keim éiweger Wourecht, dee bannendra läit, Wuerzele schloe muss a sech
ausdeene muss. Wann dir je eng Kéier a Kontakt mat de Bahâ ’l Schrëfte kommt, sou seet si ofschléissend, da leet se
net op d’Säit. Studéiert hir Bicher, loosst hir herrlech, friddensbréngend a léifWierder a Léieren an äert Häerz
andréngen, sou wéi si a mäint agedronge sinn. “ 1
De Bahâ’i Glawen erkennt voll a ganz d’Positioun vu Kinneken an eiser haiteger Gesellschaft wéi aus dësem Zitat
ervirgeet: „Es geziemt jedem König, freigebig zu sein wie die Sonne, die das Wachstum aller Geschöpfe fördert und
jedem seinen Anteil gibt, - deren Wohltaten nicht in ihr selbst liegen, sondern von Ihm verordnet sind, dem
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-28 -
Machtvollsten, dem Allmächtigen. Der König sollte so freimiitig, so großziigig sein in seiner Barmherzigkeit wie die
Wolken, die ihre iiberströmende Freigebigkeit iiberjedes Land ergießen auf Geheiß Dessen, der der Höchste
Verordner ist, der Allwissende. “ (Ährenlese)
En plus geet aus de Bahâ’i Schrëften däitlech d’Wichtegkeet vu Kinneken erfier: »... Es obliegt euch, allen
rechtmäßigen Herrschern ergeben zu sein undjedem rechtlichen König eure Treue zu erweisen. Dienet den
Herrschern der Welt mit äußerster Wahrhaftigkeit und Ergebenheit. Erzeigt ihnen Gehorsam und bringt ihnen
Wohlwollen entgegen. Mischt euch nicht ohne ihre Erlaubnis und Genehmigung in politische Dinge ein, denn
Untreue gegen einen rechtmäßigen Herrscher ist Untreue gegen Gott. Dies ist mein Rat und Gottes Gebot an euch.
Wohl denen, die danach handeln ...« (Esselmont)
Bahâ’u’llâh huet d’Kinneke vu senger Zäit gewarnt gerecht ze sinn, a säi Rot eescht ze huelen. Déi allermeescht
hunn dëst awer net gemaach an hunn doropshinn och d’Konsequenzen um eegenen Leif gespuert. Dëst Thema ass
sécher derwäert nach eng Kéier méi am Detail behandelt ze ginn.
D’Proklamatioun vum Glawen uechter d’Welt huet an de 60er Joeren eng nei Phase erreecht. Dës
Proklamatiounscompaigne déi 1967 ugefang huet, war inspiréiert vum honnertjärege Gebuertstag vum Bahâ’u’llâh
senger Proklamatioun un d’Kinneken a Weltleaderen, a krut 1979 zousätzleche Momentum mat der verstäerkter
Verfolgung vun der iranescher Bahâ’icommunautéit. Dat och duerch d’Distribution vun Dokumenter wéi
d’Versprieche vum Weltffidden. Kinneken, Kinniginnen, Präsidenten, Premierministren, Legislateuren, Juristen,
Akademiker, divers Institutiounen an Organisatiounen hunn de Message vu Bahâ'u'llâh sou kennegeléiert. 8
25 D’Fro nom Gléck
25t Sendung. Freideg den 20ten an Dënschdeg de 24tenOktober 2000. Wat ass Gléck ? Dës Fro ass d’Thema vun
der neier Editioun vun Zeit für Geist, Gedanke fir eng besser Welt. Nach ëmmer hu Philosophen an Intellektueller,
Dichter a Sänger, awer och déi einfach Leit vun der Strooss, d’alldeeglech Sprooch an d’Mäerchen, Gléck définéiert
als alles Dat, wat de Mënsch a sengem Liewen erstrieft. Dorënner kann ee villes verstoen: sech gutt flllen, Besëtz,
Positioun, Erfolleg, d’Erfarung vun enger déiwer Frëndschaft a Bezéiung, Sech selwer verwierklechen a sech selwer
entfalen an engem aktiven, no bausse geriicht an doduerch sënnvollt Liewen.
Sécher ginn et ganz wéineg Leit, déi net glécklech wëlle sinn. Oft menge mer jo, dass mer da glécklech sinn, wann
alles esou geet, wéi mer et gär hätten. Eischtens geet et am Liewe bal ni sou wéi mer et gär hätten an zweetens ass et
guer net sécher, dass mer da glécklech sinn, wa mer mol dat kréien, wat mer gär hätten. An duerfir kann et sécher
net schueden fir e bëssen ze kucken wat aner Leit, déi sech och Gedanken zum Thema gemaach hunn, iwwer
d’Gléck soen!
Den Heinrich von Kleist seet eis dass glécklech ze sinn, den éischte vun all eise Wënsch ass, e Wonsch deen haart a
lieweg aus all Oder an all Nerv vun eisem Wiesen ervierkënnt. Den Emile Rousseau seet dass all Mënsch glécklech
wëll sinn; fir awer dëst Zil ze errechen, misst hie fir d’éischt wëssen, wat da Gléck iwwerhaapt ass. D’Maria von
Ebner Eschenbach mengt dass kënne glécklech sinn, och ouni Gléck - Gléck ass! An den Tolstoi behaapt dass
déijéineg en éiwege Feeler man, déi sech ënner Gléckséilegkeet d’Erfëllung vun hire Wënsch virstellen. Et gehéiert
onbedéngt zum Gléck, munches net ze hunn, wat ee gär hätt, sou de Bertrand Russel. An de Bahâ’i Schrëften kënnt
dat Wuert Gléck ganz oft vir. Zum Beispill seet AbduT-Bahâ: Et kann ee glécklech sinn wann et engem gutt geet,
wann ee gesond ass, wann een Erfolleg huet, wann ee Spass huet a wann ee frou ass; wann een awer ka glécklech an
zefridden sinn an onrouegen a schlechten Zäiten oder wann ee krank ass, da beweist ee Séilenadel. Weider seet hien
dass dem Mënsch seng héchsten Eier a wierklecht Gléck an der Selbstachtung, an der Onversehrtheet a Sittlechkeet
vun der Persoun läit, an der Rengheet vu sengem Denken, a net an dem hie mat all de Mëttelen, déi him zur
Verfügung stinn, versicht, sech weltlech Saachen unzeeegenen. Dem AbduT-Bahâ no gëtt et zwou Zorte vu Gléck:
geeschteg a materiell. Geeschtegt Gléck ass dat richtegt Fundament vun eisem Liewen. D’Liewen ass dofir do, fir
glécklech a net traureg ze sinn. Frou sinn heescht Liewen, Gram (also ëmmer onzefridden ze sinn) ass Doud. ..
Wéiderhi seet hien dass Wuelstand natierlech luewenswert ass, awer nëmme wann déi ganz Bevëlkerung am
Wuelstand lieft.
Kaum ze gleewen ass d’Resultat vun enger englescher Studie iwwer d’Relativitéitstheorie vum Gléck: Do ass
d’Glécksaschätzung vun zwou extrem ënnerschiddleche Gruppen ënnersicht ginn: Leit, déi am Lotto Millioune
gewonnen haten a Leit déi no engem Akzident querschnittgeläämt waren. D’Resultat: Schonn no engem halwe Joer
huet sech déi ursprénglech Haltung nees agependelt, wat elo d’perséinlech Glécksaschätzung ugeet. De
Lottomillionär huet sech genee sou glécklech oder onglécklech wéi virdru gespiert, genee sou wéi de
Querschnittsgeläämten. Materielle Wuelstand schéngt déi ënnerschiddlech Glécksaschätzungen net ze beaflossen-
opmannst net an eiser Wuelstandsgesellschaft. D’Erfëllung vun engem Liewensdram garantéiert eleng nach kee
Liewensgléck. Och wann ee joerelaang fir dat gewënschte Familljenhaus geschafft a gespuert huet, kann een sech
ënner Emstänn am Plaz vum erhoffte Gléck vläicht langweilen. Pleséier an Erfolleg eleng mécht also net glécklech.
^ *
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 29 -
Sécher sinn ech glécklech, wann ech mech sou gutt kennen, dass ech meng Méiglechkeeten a Fäegkeeten
verwierkleche kann. Wann ech u mir selwer schaffen. Wann ech weess wat wichteg a wat net sou wichteg ass.
D’Gléck selwer kann awer net zum Zil eleng ginn. Et ass éischter e Resultat. Eng interessant Beschreiwung vum
Rabindranath Tagore: Hie seet: „Ech hu geschlof an ech hu gedreemt, dass d’Liewe Freed wär. Ich sinn erwächt an
hu gesinn, dass d’Liewe Flicht war. Ech hu geschafft, a kuck do: D 'Flicht war d’Freed, “
Also sollt ech mech net froen: Wat hunn ech vum Liewen ze erwaarden, mee: Wéi eng Aufgab am Liewe waart op
mech? D’Liewen ass zu all Moment Aufgab, et ass d’Geleeënheet zu eppes. Den Antoine de Saint-Exupéry seet:
„ Wanns du dat Wuert Gléck verstoe wëlls, muss du et als Loun verstinn an net als Zil. “
D’Bahâ’i Léier ass fir eng materiell Zivilisatioun als e Mëttel zum Fortschrëtt a Wuelerginn vun de Vëlker.
D’Haaptuleies vum Glawen an der Relioun besteet dorann, dass et der Mënschheet gutt geet, dass d’Mënschen sech
eens ginn, an dass zwëschen hinnen de Geescht vun der Léift an der Verbonnenheet wiisst. Glécklech ass deen deen
derzou bäidréit dass et der Mënschheet besser geet.
Souwäit zum Thema Gléck. Ech schécken iech gär en Exemplaire vun der Zeitung: Zeitfiir Geist, wou d’Thema
nach méi am Detail behandelt gëtt. Dat ass den 222289. Et sief nach op e puer Konferenzen higewisen, anzwar
Donneschdes de 26ten Oktober, um 8 Auer owes schwätzt d’Jutta Bayani iwwer reell Chancë vun enger friddlecher
Zukunft. D’Mënschheet gëtt erwuessen, gëtt se et wierklech? D’Jutta Bayani ass Leederin vum Büro fir
Ëffentlechkeetsaarbecht vun der lëtzebuerger Bahâ’i Gemeng.
26 Aus de Bahä’i Schrëften
26t Sendung. Freideg den 27ten an Dënschdeg den 31ten Oktober 2000. Wann ee schonn eng Kéier vu Bahâ’i
héieren huet, an et wëllt een e Iwwerbléck kréien, wat et sou alles vu Bicher an Theme gëtt, huet een e puer
Méiglechkeeten. Et kuckt een am Telefonsbuch ënner Bahâ’i, oder et telefonéiert een der Librairie am Bahâ’i Zenter
an der Stad. D’Nationalbibliothéik huet eng ganz beschränkt Auswiel vu Bicher iwwer de Bahâ’i Glawen, genee
sou wéi eis Librairien. Méi einfach ass et do, sech déi offiziell Intemetsäit ënnert www.bahai.org unzekucken. Do
kritt een eng gutt Iddi wat de Bahâ’i Glawen ass.
Haut proposéieren ech Iech e puer kleng Zitater, déi ech als wichteg emfannen, an déi bei mir en déiwen Androck
hannerloss hunn. Et sinn oft kleng Saachen, e Satz, eng kleng Beschreiwung wat ee mat op de Wee hëlt a wat bei
emgem bléift. Hei elo e puer vun deenen Zitater, fräi aus dem Däitschen iwwersetzt:
Bahâ'u'llâh seet: „An deem ee Guddes mécht an an deem een sech sou behëlt wéi et sech gehéiert, kënne mir des
Welt verbesseren. Mach dat wat s de sees. Sief net wéi déi, déi eppes soen an eppes anescht man! Lee dir selwer all
Dag Rechenschaft of éiers du zur Rechenschaft gezu gëss. Âr Hänn sollen éierlech sinn, är Zong opriichteg an äert
Häerz soll stralen! Wahrhaftegkeet ass de Grondstee vun alle mënschlechen Dugenden ! Ouni Wahrhaftegkeet ass
an alle Gotteswelten weder Fortschrëtt nach Erfolleg fir d ’'Séil méiglech.Eng frëndlech Zong ass e Magnéit fir
d'Häerz vum Mënsch. Si ass d'Brout vum Geescht, si kleet d’Wierder a Bedeitung, sie ass d’Liichtquell vun der
Wäisheet and dem Verstand! An dëser helleger Sendung ass weder Sträit nach Kaméidi erlaabt. Jiddereen deen
ugräift, schléisst sech selwer vu Gottes Gnod aus.Et soll iech net genuch sinn, duerch Wierder Frëndschaft ze
weisen, loosst är Häerzer a léiwer Frëndlechkeet waarm ginn,fir all déi, déi dir begéint. Widerstot engem
Krichsgedanken mat engem méi staarke Gedanke fir Fridden; engem Gedanke vun Haass muss mat méi engem
mächtege Gedanke vu Léiftfutti gemaach ginn. ... schlecht iwwer aner schwätze verläscht d’Liicht vum Häerz an
erstéckt d’Liewe vun der Séil. Schwätz näischt Schlechtes, dat s de och näischt Schlechtes héiers, a maach d’Feeler
vun deenen aneren net méi grouss, sou dass deng eege Feeler net grouss erschéngen. Wéi konnts du deng eege
Feeler vergiessen, and dech mat de Feeler vun deenen aneren ofginn? ...“
27 D’Gebiet, Musek a Sangen
27t Sendung. Freideg den 3ten an Dënschdeg 7ten November 2000. D’Bahâ’i Schrëfte soen eis dass d’Gebiet e
Gespréich mat Gott ass. E Gespréich féieren, heescht, mat engem schwätzen; also schwätze mer mat Gott, wa mer
bieden.
Wann ech en Anere wierklech gär hunn, wëll ech natierlech mat him zesumme sinn a mit him schwätzen. Eist
Gebiet mat deem, deen eis erschaf huet, sollt also e Gespréich sinn, voll mat Léift. Wärend dem Gebiet, kënne mer,
wa mer schwaach sinn, Gott vu ganzem Häerz an demütig ëm Hëllef froen. Mir sollten eis ëmmer bewosst sinn,
dass d’Gebiet, a senger rengster Form, eis méi no zu Gott bréngt, an eis hëlleft, an d’gëttlech Géigewart ze
kommen. Muhammet sot, dass d’Gebiet wéi eng Lieder teschent Himmel an Äerd ass, mat där mir an den Himmel
klamme kënnen.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 30 -
An engem vun deene ville Gebieder, déi Bahâ'u'llâh offenbaart huet, seet hien: „Ech bieden dech: ... Mach méi
Gebiet zu engem Feier, wat d’Schleiere verbrennt, déi mech hënneren, Deng Schéinheet ze kucken, an zu engem
Liicht, wat mech bei d’Mier vun Denger Géigewaartféiert. “
Op dëser Welt gëtt et näischt méi Schéines wéi d’Gebiet. Mir mussen am Gebietszoustand liewen. Déi gréisst
Fäegkeet oder dee schéinsten Zoustand ass keen aneren wéi deen, mat Gott ze schwätzen. Den Zoustand bewierkt
Geeschtegkeet, Bewosstheet and himmlesch Gefiller. Mat Gott schwätze bréngt mat sech nei Unzéiungen aus dem
Kinnekräich an erwächt d’Empfänglechkeet fir déi méi héich Intelligenz.
De Bahâ’i Glawen leet grousse Wäert op d’Musek an d’Sangen. Sou ass all Bahâ’i zum Beispill encouragéiert,
wann en aus de Schrëfte liest, dat ze vertounen, ze sangen:
“Sangt, o Meng Dénger, d’Verse vu Gott, déi dir krut, sou wéi déi se sangen, déi him no sinn,fir dass d’Séisst vun
denger Melodie Deng eege Séil kann entflamen an d'Häerzer vun alle Mënschen unzitt. Wien zréckgezunn a senger
Kummer, d'Verse vu Gott seet, wäert erliewen, wéi d'Engel vum Allmächtegen den Doft vun de Wierder, déi säi
Mond ausschwätzt, iwwerall verbreede wäert an d’Häerz vun all guddem 1 2 Mënsch méi héich schloe léisst. Wann hie
sech och am Ufank dëser Wierkung net bewosst ass, muss d’Kraaft vun der Gnod, déi him gewäert ass, fréier oder
spéider en Afloss ob seng Séil ausiiben. ” ..."
Mir wëssen, dass Gott eis erschaf huet. Hien ass deen, deen Alles weess. Hie weess, wat mir wëllen a wat mer
brauchen. Firwat solle mer also bieden? Gott brauch eis Gebieder net. An trotzdem hängt de Fortschrëtt vun eiser
Séil vum Gebiet of, well d’Gebiet d’Emährung vun eiser Séil ass. Wa mer bieden, huele mer geeschtegt Iessen zou
eis. Eréischt duerch d’Gebiet kënne mer geeschteg receptiv ginn, an am Fong richtegt Gléck erliewen. D’nächst
Woch kucke mer eis méi genee un wéi de Wee zu Gott ka sinn. Bis dohin, vill Spass en Erfolleg beim Bieden.
28 D’Gebiet, de Wee zu Gott
28t Sendung. Freideg den lOten an Dënschdeg 14ten November 2000. Wéi an all Relioun spillt d’Gebiet fir all
Bahâ’i och eng grouss Roll. An de Bahâ’i Schrëfte fanne mer eng Rei Texter, déi eis hëllefen, ze verstoen, wéi
d’Gebiet fonktionéiere kann. Mir wëssen dass Gott et net néideg huet, dass mir mat him schwätzen, dass mir e fir
Saache froen, dass mir him Merci soen oder dass mer eis beschwéieren. Komescherweis brauche mir d’Gebiet fir
eis selwer ze entwéckelen. Sou wéi eise Kierper genuch a reegelméissegt Iessen an ze drénke brauch fir dass e fit a
staark bleift, sou brauch eis Séil och genuch a reegelméisseg Meditatioun a Gebiet, fir sech geeschteg ze
entwéckelen. D’Bahâ’i Schrëfte bidden eis eng ganz Rei vu Gebieder un, fir bal all Geleeënheet. Vu dass déi
Gebieder direkt an authentesch sinn, hu si eng besonnesch Kraaft. D’Bahâ’i Schrëfte vergläichen oft d’Gebiet mat
Léift: Hei e Beispill: „Am hëchste Gebiet bieden d’Mënschen nëmme wéinst der Léift vu Gott, net well se Gott
fäerten oder eppes vun him wëllen. Wann een sech an e Mënsch verléift, ass et onméiglech, säi Numm netze soen “
Wann ech e Mënsch gär hunn, ass et dann net normal, dass ech him dat soe wëll? Dass mer einfach biede wëllen ass
ganz natierlech. D’Gebiet brauch keng Wierder, mee Gedanken an Aktioun. Wa keng Léift a kee Verlaangen do ass,
huet et kee Wäert, eppes ze forcéieren. Wierder ouni Léift bedeite näischt. Häss du et gär, dech mat engem ze
ënnerhalen, deen dat eigentlech guer net gär mécht, an dat ouni Léift a Freed? (Ruhi,S23)
Wa mer bieden, sollte mer eis Gedanken op Gott riichten. Mir sollten d’Saache vun dëser Welt, alles ronderëm eis
an eis selwer vergiessen. An deem Zesummenhang hei en interessant Beispill aus de Bahâ’i Schrëften: Stell der e
Glas Mëllech vir. Mir kënnen doraus eng Rei Produkter hirstellen, sou zum Beispill Botter, Kéis oder Schlagsahn.
Wa mer awer engs Drëps Gëft an d’Mëllech mëschen, ass d’Mëllech verduewen a si huet hire Wäert verluer. Dat
Gëft wat de Mënsch a säi Liewe mëscht, ass säin Ego ( Selbst op däitsch). Mir sollten eis vun eisem Ego fräiman, wa
mer gär hätten, dass eis Gebieder eng grouss Wierkung sollen hunn.
Virum Gebiet ass et ganz nëtzlech, sech e bëssen ze entspanen an a sengem Kap Plaz ze man fir sou e wichtegt
Gespréich. Genau sou nom Gebiet sollte mer eis e bëssen Zäit loosse fir iwwer eist Gespréich mat Gott nozedenken.
Vläicht kënne mer och Conclusiounen aus eisem Gespréich zéien an déi a konkret Aktiounen ëmsetzen. D’Bahâ’i
treffen sech entweder an hirem Zenter, an engem vun den Häiser vun der Andacht, oder einfach bei aneren doheem,
fir Evenementer ze feieren, oder si invitéieren hir Frënn, méi iwwer de Bahâ’i Glawen gewuerzeginn. Do ass et oft
üblich fir mat engem oder e puer Gebieder unzefänken an opzehalen. Oft si Bahâ’i aus aner Länner op Besuch, déi
da vläicht e Gebiet an hirer Sprooch soen oder sangen. Dës Verschiddenheet ass besonnesch erfrëschend. Ech weess
awer och aus eegener Erfahrung wéi schwéier et ka sinn, ofzeschalten a sech Zäit zum Nodenken, der Meditatioun
an dem Gebiet ze huelen. Ech ma mäi bescht! Ofschléissend elo e kuerzt Gebiet wat eis seet firwat Gott eis
eigentlech erschaf huet: „Ech sinn Zeien o méi Gott, dass du mech erschafhues fir dech ze erkennen an dech
1 éierbarem
2 Ährenlese 136:2
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-31 -
nnzebieden. Ech erkennen an dësem Abléck meng Schwächt an deng Mnecht, meng Aarmut an däi Räichtum. Et gëtt
keen anere Gott ausser dir, deen deen hëlleft a Gefor, deen deen duerch sech selwer ass “.
29 Toleranz, den éischte Schrëtt fir eng besser Welt
29t Sendung. Freideg de 17ten an Dënschdeg 21ten November 2000, um 5 vir halwer 7 owes. Mir liewen an enger
Zäit, wou d’Vemetzung von der Mënschheet scho laang eng Tatsaach ass. An do entsteet och e
Verantwortungsgefill fir eng gemeinsam Zukunft. Dolaanscht komme mer net. Eis Welt gëtt ëmmer méi als eise
gemeinsame Liewensraum verstan, ëmmer méi vun eis maache wäit Reese fir dëse Liewensraum kennenzeléieren a
vu senge Schéinheeten ze profitéieren.
Doduerch léiere mer aner Kulture kennen, Leit déi anescht denke wéi mir, déi eng aner Mentalitéit hu wéi mir, eng
anger Liewensopfaassung, eng aner Relioun, an sou weider. Hei bei eis am Ländchen kënne mer dat sécher gutt
erliewen, vu dass all drëtten dee mer bei eis begéinen, kee Lëtzebuerger ass. An der Musek, der Konscht, dem
Theater an der Gastronomie zum Beispill si mir begeeschtert vun dëser Verschiddenheet an oft akzeptéiere mir sou
aner Kulture mat Begeeschterung.
Si mir dann och esou tolerant mat eise Matmënschen, akzeptéiere mir se sou wéi se sinn? Ausser dass mir déi aner
toleréieren, denke mir drun, fir richteg Gefiller vun Unerkennung a Respekt fir si ze entwéckelen? Wat hale mir
wierklech vun de Flüchtlingen, vu Leit aus aner Kulturen an anere Länner, déi hei bei eis am Land wunnen?
Ech sinn ëmmer nees frou an awer och iwwerrascht, wann ech mech bei menge Virurteeler op frëscher Tat
erwëschen. Frou sinn ech well ech et iwwerhaapt fäerdeg bréngen, meng Virurteeler ze erkennen. Wann ech jo scho
mierken, dass ech mer scho meng Meenung iwwer dëst oder dee gemaach hunn, ouni iwwerhaapt eppes iwwer
d’Saach oder d’Persoun ze wëssen, ass dat schonn den éischte Schrëtt fir meng Virurteeler ofzebauen.
E Virurteel ass wéi en Nol. Wat ech méi drop hummeren, wat e besser a méi déif sëtzt. Vun Toleranz kann ech da
guer net méi schwätzen. Fridden op der Welt fänkt jo da bei mir un. Ech maachen deen éischte Schrëtt fir d’Barrière
tëschent mir an deem aneren ofzerappen. Bahâ'u'llâh, Begrënner vun der Bahâ’i Relioun seet eis, dass mer léiere
sollen, mat eegenen Aen ze gesinn a mat eegenen Oueren ze héieren. Dat heescht dass ech intensiv selwer préiwen
ier ech eng Saach oder e Mënsch beuerteelen oder mer eng Meenung driwwer man. Aus sou enger Iwwerleeung
entsteet eng nei Denkweis; eis Urteels- a Kritikfäegkeet gëtt duerch sachlech Informatioun geschoult. Dat kann da
natierlech mat sech bréngen, dass Villes, wat mer bis elo einfach esou fir richteg gehalen hunn, op eemol a Fro
stellen.
A Rassissmus ass e besonnescht schlëmmt Virurteel a verhënnert dass de Mënsch sech emotional a moralesch
entwéckele kann. Rassissmus ass einfach eng falsch Opfassung, fir déi et keng akzeptabel ethesch, praktesch oder
biologesch Grënn gëtt.
Deem géinteniwwer gestellt hu mer d’Eenheet vun der Mënschheet, eng Visioun déi haut sou néideg ass wéi eist
deeglecht Brout. Eenheet an der Verschiddenheet. An de Bahâ’i Schrëfte gëtt dat gutt illustréiert duerch e Beispill
wou d’Mënschheet mat engem Gaart verglach gëtt:
„Kuck emol d ’Blummen am Gaart. Obscho si sech duerch hir Zort, Faarf Form a Gestalt ënnerscheeden, gi si vum
Waasser vun enger Quell erfrëscht, vum selwechte Wand belieft a vun de Strale vun enger Sonn gestäerkt, an
duerch hir Verschiddenheet si se sou nach méi schéin an interessant. Wéi langweileg wier et dachfir eist A, wann
all d’Blummen, d ’PIanzen, d’Blieder, d’Bléien, d’Friichten, d’Âscht and d'Beem vun deem Gaart déi selwecht Form
a Faarfhätten? Verschiddenheet... beräichert a verschéinert de Gaart a gëtt him méi Charakter. Wa verschidde
Grade vu Gedanken, Temperamenter a Charakteren ënnert d’Muecht an den Afloss vun enger zentraler Quell
zesummegeféiert ginn, da kënnt genee sou d’Schéinheet an de Glanz vun der mënschlecher Vollkommenheet zum
Virschäin. “
30 Onofhängeg Sich no der Wourecht
30t Sendung. Freideg den 24ten an Dënschdeg 28ten November 2000, um 5 vir halwer 7 owes. Onofhängeg a
selbststänneg no der Wourecht sichen ass fir e Bahâ’f ee vun de wichtegste Prinzipien. Et gëtt an der
Bahâ’icommunautéit keng Geeschtlech a keng individuell Autoritéit. Déi authentesch Schrëfte vu Bahâ'u'llâh sinn
d’Grondlag. Dorops hinn hëlt all Bahâ’i seng Entscheedungen. Dofir ass en opgeruff, selwer dës Schrëften ze
liesen, ze studéieren an doraus déi néideg Conclusiounen fir säi Liewen ze zéien. Wa mer vu ganzem Häerzen no
der Wourecht sichen, sollte mer dat esou man, wéi eng duuschtreg Séil sech nom Wasser vum Liewe sehnt, wéi de
Fësch nom Mier verlaangt a wéi de Kranke sech no engem richtegen Doktor seent. Jidderee vun eis soll
d’Wierklechkeet erfuerschen. Et bedeit, dass mer all dat wat mer vum Héieresoe gewuer ginn, vergiesse kënnen an
d’Wourecht selwer ënnersiche sollen.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 32 -
Un der Wourecht schaffe mer dann, wa mer hongreg op méi Wësse sinn, wa mer eis net zefridde ginn, mat deem
wat mer wëssen, wann et eis net duergeet einfach sou ze man wéi déi aner et man, an och nach ouni driwwer
nozedenken. Domat géife mer wierklech eist d’Liewe verschwenden.
Bei eiser Recherche no der Wourecht, spillen d’Leit ronderëm eis eng wichteg Roll. All Bahâ’i gëtt encouragéiert,
säi Verständnes mat anere Mënschen auszetauschen. Gläichzäiteg muss ee sech der provisorescher Natur vun deem
Verständnis bewosst bleiwen an en däerf et kengem als „Wourecht“ opzwéngen. ... Wann een onofhängeg no der
Wourecht sicht, geet een de Virurteeler aus dem Wee; reliéis, politisch a rassistesch Virurteeler an eng iwwergrouss
Léift zu sengem Heemechtsland. Et ass wéinst deene Viruteeler dass mir bis haut nach keen dauerhafte Fridde
weltwäit kennen.
Alles wat eis trennt, wat mir op alle Säite gesinn, all dat Gestreits an dës Géigesätz kommen dohir, dass mir eis u
kierchlech an äusserlech Gebräicher hänken. Dobäi geet déi einfach Wourecht, de wierklechen Hannergrond,
verluer a gëtt vergiess. Et ass déi äusserlech Ausübung vun der Relioun, déi sou verschidden ass an et ass dat wat
oft Streidereien an Haass verursaacht.
D’Wierklechkeet ass ëmmer eng an déiselwecht. D’Wierklechkeet ass d’Wourecht an d’Wourecht kennt keng
Trennung. Kanner, déi a Bahâ’i Familljen opwuessen, kréien eng reliéis Erzéiung, wou se d’Bahâ’i Schrëfte besser
kenneléieren a wou se iwwer all déi aner grouss Reliounen eppes gewuerginn. Si kënnen da mat fofzéng Joer
decidéieren, ob si wëlle Bahâ’i bleiwen, en aneren oder guer kee Glawen unhuelen. (aus der Publikatioun: Bahâ ’i,
wat se gleewen a wat net)
31 Alkohol, Drogen a Medikamenter
31t Sendung. Freideg den lten an Dënschdeg 5ten Dezember 2000, um 5 vir halwer 7 owes. An enger Zäit, wou de
Mënsch sech soll drop konzentréieren, säi Potential ze erkennen an ze verwierklechen an domat der Mënscheet
hirem Fortschrëtt ze déngen, ass et Bahâ'u'llâh no onverantwortlech, säi Bewosstsi mat Alkolhol an Drogen dréif ze
maachen a viru sech selwer an eng Schäinwelt ze flüchten.
An de Bahâ’i Schrëfte liese mer dass Alkohol de Verstand zerstéiert an dass een ënnert sengem Afloss geckeg
Saache mache kann. Den Haschisch zerstéiert de Verstand, verstengert d’Séil, ësst de Kierper a léisst de Mënsch
enttäuscht a riicht en Zugronn. ... Alkohol a Rauschmëttel beaflossen d’Bewosstsinn vum Mënsch ier en ufänkt
doruechter ze trëllen an ier se eng kierperlech Krankheet verursaachen. Fräi vun Droge liewe bréngt mat sech e
moraleschen a geeschtege Gewënn, dee wäit méi grouss ass wéi dee physeschen; ... äusserlech Propretéit huet,
obschonn et eppes Stoffleches ass, e groussen Afloss op dat Geeschtegt. ... Wann de Mënsch e proppere Kierper
huet, huet dat zugläich och en Afloss op säi Geescht. ... De Respekt viru sengem Kierper sollt een dovun ofhalen,
sech mat schiedleche Substanze schwaach an onfräi ze man. Den integrale Mënsch brauch esou Krätsche net. Wat
elo Medikamenter a Krankheet ubelaangt ass et ganz kloer am Bahâ’i Glawen, dass een am Fall vun enger
Krankheet e kompetenten Dokter opsiche soll, an dass ee mat äerztlecher Behandlung natierlech dann ophale soll,
wann se net méi gebrauch gëtt. Virun 100 Joer scho fanne mer an de Bahâ’i Schrëften: et ass ganz kloer, dass et
méiglech ass, duerch d’Emährung, Liewensmëttel a Frichten de Kierper ze heelen; vu dass haut d’Wëssenschaft
nach net vollkommen ass, gëtt dës Tatsaach nach net verstanen. Soubal d’medezinesch Wëssenschaft
Vollkommenheet erreecht, wäert d’Behandlung duerch Emähmng, Friichten a Planzen déi gutt richen, souwéi
verschidden waarm a kal Wasserkuren duerchgefouert ginn.
D’Motto vun engem Bahâ’i ass Éierlechkeet, Léift, Barmherzegkeet, Vertrauenswürdegkeet, dat Gutt vun der
Communautéit iwwer dat perséinlecht Interesse ze stellen, souwéi alles am Liewen mat Mässegung ze ënnerhuelen.
Domat gëtt schlussendlech eist d’Gléck geséchert. (aus der Pubiikatioun: Bahâ’i, wat segleewen a watnet)
32 Fridden an der Partnerschaft
32t Sendung. Freideg den 8ten an Dënschdeg 12ten Dezember 2000, um 5 vir halwer 7 owes. Fridden an der
Partnerschaft ass den Titel, vum Erik Blumenthal sengem Buch, wat ech iech haut kuerz virstellen. No enger
psychotherapeutescher Ausbildung beim C.G. Jung a Rudolf Dreikurs war hie Virsëtzende vun der däitscher a
schwäizer Gesellschaft fir Individualpsychologie. Haut lieft hien um Bodensee als Psycholog an Auteur vun enger
Rei Bicher. Hien ass och Bahâ’i. Säi Buch weist eis wéi ee glécklech ka ginn a wéi een Erfëllung duerch Eenheet an
individuell Fräiheet erreeche kann.
Fir hien hunn Trennung a Scheedung an allen Hisiichten, eng negativ an destruktiv Wierkung, souwoul bei der
betraffener Koppel, wei och bei de Kanner, der Famill, de Bekantekrees an doriwwer hinaus op eis Gesellschaft.
Mat klore Wierder weist hien am Buch wat an enger Koppel, d’Dynamik vun der Trennung an der Scheedung
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-33 -
matsechbréngt a wéi een se eventuell vermeide kann. D’Buch ass awer och fir Leit déi besser mat hirem Partner
wëllen eens ginn. Sou geet et an engem Kapitel ëm d’Partnerwal an ëm d’Bestietniss.
Seng Schlussfolgerunge sinn déi hei: Jidderee ka léieren drunn ze gleewen, dass e sech ännere kann; jidderee ka
léieren d’sozial Gläichwäertegkeet tëscht Fra a Mann ze akzeptéieren; jidderee ka léieren, seng Entscheedungen méi
bewosst ze huelen; jidderee ka léieren d’Kraaft vum Glawen ze erkennen, alles am Liewe méi mat positiven Aen ze
kucken; d’Partnerwal méi bewosst ze liewen; net ëmmer wëlle Recht hunn; d'Wichtegkeet vum Gespréich ze
erkennen; manner emotional ze sinn mee dofir awer méi léif ginn; méi aktif ze sinn a manner reaktif, also manner e
Liewe féieren wou een haaptsächlech op Saache reagéiert, mee dofir méi Saachen op eegen Initiativ ënnerhuelen;
manner u sech selwer denken, awer dofir méi u sech selwer an de Partner gleewen; an domat un e Gléck gleewen
wat unhällt a net nëmmen aus kuerze Glécksmomenter besteet.
An dësem Buch verbënnt de Blumenthal d’Erkenntnisser vun der Psychologie mat de Wäisheete vun der Relioun.
Am Buch fënnt een dofir och e ganze Koup interessant Zitater aus de Bahâ’i Schrëften. D’Buch heescht: Frieden
mit dem Partner aus dem Horizone Verlag.
Wat seet de Bahâ’i Glawen zum Thema Partnerwal, Hochzäit? Bei der Partnerwal sollen déi zwee sech gutt kennen
a mam Charakter vun deem anere gutt vertraut sinn. Am Bahâ’i Bestietniss komme Mann a Fra sech kierperlech a
geeschteg méi no, mam Kapp a mam Häerz, sou dass si sech an hirem geeschtege Liewe stänneg verbessere kënnen
an domat an all de Welte vu Gott zesumme sinn. Et brauch een net Bahâ’i ze si fir sech mat engem Bahâ’i ze
bestueden.
Wann déi zwee sech zur Hochzäit entscheed hunn, ass et wichteg dass si d’Averständnes vun hiren Eltere kréien,
ganz egal wéi al d’Koppel ass. Mat dësem Prinzip soll eng méi grouss Eenheet an der Famill entstoen a Spannunge
sollen doduerch verhënnert ginn. D’Hochzäit ass natierlech e ffeelecht Evenement. Et gi keng fest Reegelen oder
Traditiounen wéi de genauen Oflaf ass. Nodeem allebéit e bestëmmte Saz soen, an deem se hir Zefriddenheet mam
Wëlle Gottes zum Ausdrock bréngen, ënnerschreiwen si d’Hochzäitszertifikat, wat och vun zwee Zeien
ënnerschriwwe gëtt. Virdru ginn oft Gebieder gesot a Musek gespillt. Duerno gëtt gefeiert, gesongen a gedanzt. Dat
hängt ebe vun der jeeweileger Kultur an Traditioun of. Op dëser Plaz vläicht e kuerzt Wuert zur Sexualitéit. All
Mënsch huet e Recht op Sexualitéit a genee fir deen Zweck ass d’Institutioun vum Bestietnes geschaf ginn.
D’Bahâ’i halen näischt vun der Ënnerdréckung vun engem richtege Gebrauch vun der Sexualitéit, awer leeë vill
Wäert op seng Steierung a Beherrschung, an dat eben am Bestietnes.
Den 19ten Dezember, Dënschdes owes um halwer 7 am Forum hei um Radio ARA gëtt de Bahâ’i Glawen
ausféierlech virgestallt. Invitéeen am Studio sinn d’Anita an de Bop Bontemps, d’Jutta Bayani an de Femand
Schaber.
33 Wéi een zur Erkenntnis komme kann?
33t Sendung. Freideg de 15ten an Dënschdeg 19ten Dezember 2000, um 5 vir halwer 7 owes. An elo d’Rubrik vun
de lëtzebuerger Bahâ’i. Um Mikro de Jean-Marie. Tëschent 1904 an 1906 hat d’Madame Laura Dreyfus Bamey
d’Geleeënheet, mam Abdu’l-Bahâ, eng Rei Gespréicher ze féieren an him eng Onmass Froen zu verschidde
reliéisen Themen ze stellen. Hien ass de Jong vum Begrënner vun der Bahâ’i Relioun. Wärend där Zäit war hie
wéinst sengem Glawen zu Akka, am haitegen Israel, am Prisong agespaart. D’Buch „Les Legons de Saint Jean
d’Acre“ oder op däitsch „Beantwortete Fragen“ ass e feste Bestanddeel vun de Bahâ’i Léieren. D’Buch huet fënnef
Deeler:
Den éischten Deel befaasst sech mat der Wierkung vun de Gottesoffenbarer op d’Entwécklung vun der Mënschheet.
An deene Kapitele fënnt een zum Beispill Theme wéi: Beweiser dass Gott existéiert, d’Noutwendegkeet vun engem
Erzéier, Abraham, Moses, Christus, Mohamed, souwéi verschidden Erklärungen zu Texter aus der Bibel.
Am zweeten Deel vum Buch erkläert Abdu'l-Bahâ e puer chrëschtlech Themen, wéi zum Beispill d’Daf,
d’Symboler vum Brout a Wäin, d’Opersteeung vum Jesus, iwwer d’Dräifaltegkeet an déi verschidden
Interpretatioune vum Adam an Eva.
Am drëtten Deel fanne mer zéng Kapitele mat Theme wéi: Déi fënnef Stufe vum Geescht, iwwer universel Zyklen
oder dass et zwou Zorte Prophete ginn.
Am véierten Deel geet et ëm den Ursprong vum Mënsch a wat de Mënsch ass. Mat 28 Kapitelen ass dat dee
gréissten Deel. D’Kapitelen heeschen do zum Beispill den Ënnerscheed tëschent dem Mënsch an dem Déier; d’Séil
de Geescht an de Verstand; firwat mir verschidde Charaktereegeschaften hunn; éiwegt Liewen, Schicksal, den
Afloss vun de Stären, Heelung duerch geeschteg Mëttelen an Heelung duerch materiell Mëttelen.
An am leeschten Deel gi verschidden aner Theme behandelt wéi zum Beispill de Streik, Reinkamatioun,
Pantheismus, d’Netexistenz vum Béisen an d’Gerechtegkeet an d’Barmhäerzegkeet vu Gott.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 34 -
D’Buch ass dat richtegt fir all déi, déi wësse wëllen, wéi d’Bahâ’i iwwer dëst oder dat denken. Als Beispill
probéieren ech iech e Resumé vum Kapitel, Déi véier Weeër, Erkenntnis ze kréien, wat ronn zwou Säiten huet. Do
schréift hien dass et nëmme véier Weeër ginn Asiicht ze kréien, also d’Wierklechkeet vun Allem kann ee just op
véier Manéiere verstoen.
Déi éischt Method läit an eise Sënner, also alles wat eist A, Ouer, Geschmaach, Geroch an eist Taaschtgefill
erkennt. Mee vu, dass d’Sënner eis täusche kënnen, kënne mer eis net op dës Method verloossen. Zum Beispill
mengen eis Aen, dass d’Äerd net bougéiert an dass d’Sonn sech beweegt.
Déi zweet Method Erkenntnis ze gewannen ass eise Verstand; déi al Philosophen hunn dës Method benotzt. Mam
Verstand konnte si Saachen noweisen a konnte sech strikt u logesch Beweiser halen. All hir Argumenter hunn op
dem Verstand baséiert, mee trotzdeem gouf et vill Ënnerscheeder an hir Usiichten hu sech oft widdersprach.
Déi drëtt Manéier eppes ze verstoen läit an der Traditoun, an dësem Fall an der Iwwerliwwerung duerch d’Wierder
vun den hellege Schrëften. Et seet ee jo: Sou an esou huet Gott am Alen an am Neien Testament geschwat. Mee dës
Method ass och net vollkommen, well d’Iwwerliwwerunge vun eisem Verstand erfaasst ginn. Vu dass de Verstand
selwer Feeler mécht, ass et och gutt méiglech dass ee Feeler bei der Interpretatioun vun den Iwwerliwwerunge
mécht. Dat wat mir also aus de Bicher verstinn ass dat wat eise Verstand versteet, awer net onbedéngt d’Wourecht,
déi am Text dran ass. Nämlech alles wat an eisen Hänn läit, an alles wat mir gleewen, huet Feeler. Domat gëtt et an
eisen Hänn kee Moosstaf, op dee mer eis verloosse kënnen.
Domat bleift eis déi véiert Manéier Erkenntnis ze kréien, anzwar d’Gnod vum Hellege Geescht. Si ass onfeelbar a
kann net ugezweiwelt ginn. Mir kréien se duerch d’Hëllef vum Hellege Geescht, si erschéngt dem Mënsch an ass
déi eenzeg Stuf, Gewëssheet ze kréien.
Souwäit zu dësem kuerze Kapitel, iwwer déi véier Methoden Erkenntnis ze gewannen. D’Buch huet am Däitschen
306 Säiten, et heescht Beantwortete Fragen, Editeur ass de Bahâ’i Verlag. Kafe kënnt dir et an all Librairie, iwwer
de Bahâ’i Zenter um Tel: 442220 oder direkt um Internet ënnert www.bahai.de
34 D’Schicksal an d’Netexistenz vum Béisen
34t Sendung. Ass d’Schicksal, vun deem an den hellege Schrëft riets geet, virausbestëmmt? A wa jo, huet et da nach
e Sënn deem Schicksal wëllen aus dem Wee ze goen?
Abdu'l-Bahâ, Jong vum Begrënner vun der Bahâ’i Relioun, huet op dës Fro virun 100 Joer dëst als Äntwert ginn: Et
gëtt zwou Aarte vu Schicksal: Déi eng ass bestëmmt an déi aner ass bedingt. Dat bestëmmt Schicksal ka net
geännert ginn an dat bedingte Schicksal ka méiglecherweis antrieden. Elo, wéi sou oft an de Bahâ’i Schrëfte kréie
mer unhand vun engem konkrete Beispill aus der Natur e geeschtegt Prinzip erkläert: Sou ass et fir eng
Uelechluucht hiert bestëmmt Schicksal, dass hiert Uelech verbrennt. Dass si schlussendlech ausgeet ass dofir eng
Bestëmmung, déi een net ännere kann, well et jo e bestëmmt Schicksal ass. Genee sou ass et jo och mat eisem
Kierper. En zerfällt soubal seng Liewenskraaft zerstéiert gëtt an ophält, sou wéi d’Uelechluucht ganz sécher
erläsche wäert, wann den Uelech verbrannt ass.
Mam bedingte Schicksal ass et anescht. Et kann een et mat deem hei vergläichen: Wärend deem nach Uelech an der
Luucht ass, kënnt op eemol e staarke Wand, deen d’Luucht ausbléist. Dat ass bedingt Schicksal. Et ass intelligent
deem Schicksal aus de Féiss ze goen, virsechteg ze sinn an op et oppassen.
Mee dat bestëmmte Schicksal, also an eisem Vergläich, d’Uelech an der Luucht, ka weder geännert nach an d’Längt
gezu ginn. Et muss passéieren, et ass onvermeidlech, dass d’Luucht ausgeet. Souwäit zum Thema Schicksal.
Elo nach en Thema wat een oft an de Bahâ’i Schrëften erëmfënnt: Dat Béist existéiert net. Dat Béist am Mënsch,
am Déier, an der Natur gëtt et guer net. Onwëssenheet oder Ignoranz zum Beispill ass weider näischt wéi d’Feele vu
Wëssen, Iertum ass d’Feele vum Richtegen, Vergiesslechkeet ass d’Feele vum Gedächtnis an d’Dommheet ass
weider näischt wéi d’Feele vun der Vemonft. All dat huet keng wierklech Existenz. Aarmut ass d’Feele vu
Räichtum, Krankheet ass d’Feele vu Gesondheet, den Doud ass d’Feele vum Liewen a Schwächt ass d’Feele vu
Stäerkt. Dat Béist wat mer kennen, besteet a Wierklechkeet net. Alles wat Gott erschaf huet, huet e gutt erschaf.
Donkelheet ass jo och d’Feele vu Liicht. Wa keng Luucht do ass, ass et däischter. Liicht ass eppes wat et gëtt, awer
net Donkelheet. Räichtum ass eppes wat besteet, Aarmut existéiert net. Domat ass et kloer, dass dat Béist u sech net
existéiert. Dat Gutt lieft, dat Béist existéiert net.
35 Wéi ee soll sinn
35t Sendung, den 29ten an 30ten Dezember 2000. Dës Zäit ass bei eis eng besonnech Zäit. Dobaussen ass et kal an
dobanne gemittlech an heemlech. Et feiert een, et ass ee bei der Famill. Eng Zäit vu Besënnung a gutt Virsätz. Als
^ *
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 35 -
Bahâ’i bedeelegt ee sech schonn un dëse Feierdeeg an et freet ee sech mat, wann een och net onbedingt e
Crëschtbeemchen doheem opriicht, d’Haus decoréiert oder Cadeaue mécht. Déi Zäit ass bei de Bahâ’i Enn März,
d’Bahâ’i neit Joer. Fir haut hunn ech Iech e bekannten Text aus de Bahâ’i Schrëften ausgewielt, dee ganz gutt an
des Zäit passt: Wéi souvill vun den Texter, déi haut an Originalform zu Haifa, dem Weltzentrum, an den Archiver
versuergt ginn, ass dësen Text e Bréif dee Bahâ'u'llâh enger Persoun deemools geschéckt huet. Hei gëtt Bahâ'u'llâh
engem islamesche Mulla dës Rotschléi mat op de Wee.
„Am Gléck gëjf mat an am Ongléck sief dankbar. Sief d’Vertraue vun dengem Noper wäert, a kuck op hien mat
hellen a frëndlechen Aen. Sief e Schatzfir den Aarmen, eng Ântwert op deen, deen no Hëllef jäitzt an hal däi
Verspriechen helleg. Sief gerecht an dengem Urteel a gëff Uecht wann s de schwätz. Sief ongerecht zu kengem
Mënsch, a géi mat jidderengem duuss ëm. Sief wéi eng Luuchtfir déi, déi an der Däischtert ginn, eng Freedfir deen
dee Misär huet, e Mierfir den Duuschtregen, e Beschiitzer fir de Bedrängten, eng Stäip an e Verteedeger fir d’Affer
vun Ënnerdréckung. Dass alles dat, wat s de méchs, sech duerch Integritéit an Opriichtegkeet auszeechent. Sief en
Heem fir de Friemen, e Balsam fir deen dee leid, dem Fliichtling e staarken Tuerm. Sief d’Aefir de Blannen an eng
Luucht déiféiertfir deen deen de Wee net weess. Sief e Bijou vun der Wourecht, engKrounfir d’Stir vun der Trei, e
Pillier vum Tempel vun der Rechtschaffenheet, e Liewenshauch fir de Kierper vun der Mënschheet, ... en
Himmelsliicht um Horizont vun der Dugend, den Dafir de Buedem vum mënschlechen Häerz, engArch um Mier
vun der Erkenntnis, eng Sonn am Himmel vun der Guttheet, e Steen am Diadem vun der Wäisheet, e stralend Liicht
um Firmament vun déngen Zäitgenossen an eng Fruucht um Bam vun der Bescheidenheet. ”
“Be generous in prosperity, and thankful in adversity. Be worthy of the trust of thv neighbor, and look upon him
with a bright andfriendlv face. Be a treasure to the poor, an admonisher to the rich, an answerer to the cry of the
needy, a preserver of the sanctity of thvpledge. Be fair in thy judgment, and guarded in thy speech. Be unjust to no
man, and show all meekness to all men. Be ass a lamp unto them that walk in darkness, a joy to the sorrowful, a sea
for the thirsty, a havenfor the distressed, an upholder and defender of the victim of oppression. Let integritv and
uprightness distinguish all thine acts. Be a home for the stranger, a balm to the suffering, a tower of strength for the
fugitive. Be eves to the blind, and a guiding light unto the feet of the erring. Be an ornament to the countenance of
truth, a crown to the brow of fidelitv, a pillar of the temple of righteousness, a breath oflife to the body of mankind,
an ensign of the hosts of justice, a Iuminary above the horizon of virtue, a dew to the soil of the human heart, an ark
on the ocean of knowledge, a sun in the heaven ofbountv, a gem on the diadem of wisdom, a shining light in the
firmament of thv generation, afruit upon the tree ofhumilitv.
„Sei freigebig im Gliick und dankbar im Unglück. Sei des Vertrauens deines Nächsten wert und schaue hellen und
freundlichen Auges auf ihn. Sei ein Schatz dem Armen, ein Mahner dem Reichen, eine Antwort auf den Schrei des
Bedürftigen, und halte dein Versprechen heilig. Sei gerecht in deinem Urteil und behutsam in deiner Rede. Sei zu
keinem Mënschen ungerecht und erwei.se allen Sanftmut. Sei wie eine Lampefür die, so im Dunkeln gehen, eine
Freude den Betrübten, ein Meer fiir die Dürstenden, ein schützender Portfiir die Bedrängten, Stiitze und
Verteidigerfür das Opfer der Unterdrückung. Laß Lauterkeit und Redlichkeit all dein Handeln auszeichnen. Sei ein
Heim dem Fremdling, ein Balsam dem Leidenden, dem Flüchtling ein starker Turm. Sei dem Blinden Auge und ein
Licht der Fiihrungfiir den Fuß des Irrenden. Sei ein Schmuckfiir das Antlitz der Wahrheit, eine Kronefür die Stirn
der Treue, ein Pfeiler im Tempel der Rechtschaffenheit, Lebenshauch dem Körper der Menschheit, ein Bannerfür
die Heerscharen der Gerechtigkeit, ein Himmelslicht am Horizont der Tugend, Taufiir den Urgrund des
Menschenherzens, eine Arche auf dem Meer der Erkenntnis, eine Sonne am Himmel der Großmut, ein Stein im
Diadem der Weisheit, ein strahlendes Licht am Firmament deiner Zeitgenossen, eine Frucht am Baume der
Demut. “
"Sois généreux dans la prospérité et reconnaissant dans l'adversité. Sois digne de la confiance de ton voisin et
regarde-le avec un visage radieux et amical. Sois un trésor pour le pauvre, un avertissementpour le riche, un écho
au cri du nécessiteux, etpréserve la sainteté de ton engagement. Sois impartial dans tes jugements et réservé dans
tes paroles. Ne sois injuste envers personne et sois humble devant tous les hommes. Sois une lampe pour ceux qui
marchent dans les ténèbres, une joie pour ceux qui souffrent, une merpour les assoiffés, un havre pour ceux qui
sont dans la détresse, un soutien et un défenseur pour la victime de l'oppression. Que Dntégrité et la droiture
caractérisent tous tes actes. Sois un foverpour l'étranger, un baume pour celui qui souffre, une tour de puissance
pour le fugitif Sois lesyeux de l’aveugle, un phare pour guider les égarés. Sois un ornementpour le visage de la
vérité, une couronne au front de la fidélité, un pilier au temple de la rectitude, un souffle de vie au corps de
Thumanité, un emblème pour les armées de la justice, un luminaire ä l'horizon de la vertu, une goutte de rosée sur
le sol du cceur humain, une arche sur Tocéan de la connaissance, un soleil au ciel de la générosité, une pierre sur le
diadème de la sagesse, une brillante lumière au firmament de ta génération, unfruit sur Tarbre de l'humilité."
1 Bahâ'u'llâh, Epistle to the Son of the Wolf
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 36 -
Passend dobäi dëst chinesescht Spréchwuert wat seet: dass et dausendmol besser ass eng Luucht unzeman, wéi sech
eng Éiwegkeet iwwer d'Däischtert ze iergeren. An deem Sënn wënschen ech Iech alleguer eng gutt Gesondheet an e
gudde Rutsch.
36 De Bahâ’I Kalenner
36t Sendung, de 5ten a 6te Januar 2001. En neit Joer huet ugefaangen. Weltwäit gouf et gefeiert an dëst obschonns
et eng ganz Parti aner Zäitrechnungen op der Welt ginn. Et gi verschidde Methoden fir d’Zäit ze moossen an
Datumen ze fixéieren, sou zum Beispill dee gregorianesche Kalenner, dee julianesche Kalenner a ville Länner an
Osteuropa, de chineschen, den hebräeschen an dee mosleemesche Kalenner. Abee, zënter 157 Joer gëtt et och e
Bahâ’i Kalenner. Et war de Virleefer vun der Bahâ’i Relioun, BAB, deen de Bahâ’i Kalenner agefouert huet. An dat
fir d’Wichtegkeet vun dësem neie Glawen ze weisen. D’Bahâ’i Joer besteet aus 19 Méint vu jeweils 19 Deeg, an
zousätzlech entweder 4 oder 5 extra Deeg, an dat tëschent dem 18ten a 19te Mount. Dëst ergëtt jo dann 365 Deeg,
also 19 Méint mat jeweils 19 Deeg, plus 4 Deeg ergëtt 365 Deeg. Déi 19 Bahâ’i Méint sinn all no engem Attribut,
enger Qualitéit vu Gott genannt. Zur Zäit si mer am Bahâ’i Mount Eier, also Honneur op Franséisch. D’Bahâ’i Neit
Joer, genee sou wéi dat aalt persescht Neit Joer ass astronomesch festgeluecht. Et fänkt den 21ste Mäerz un, de
Mäerz Equinox. D’Bahâ’i Zäitrechnung fänkt 1844 un, dat ass d’Joer vun der Erklärung vu Bâb, dem Virleefer vun
der Bahâ’i Relioun. A net allzewäiter Zukunft wäert et sécher néideg sinn, dass all d’Mënschen op der Welt sech op
een eenzegen a gemeinsame Kalenner eenege wäerten. Et schéngt dofir ganz an der Rei, dass dëst neit Zäitalter vun
der Eenheet och en neie Kalenner sollt hunn. E Kalenner dee fräi ass vun Objektiounen an Assoziatiounen, déi
jidderee vun deenen anere Kalenneren net akzeptabel man fir eng grouss Sektioun vun der Weltbevëlkerung.
Et ass och schwéier ze gesinn, wéi en anere Kalenner ausser dem Bahâ’i Kalenner kéint méi einfach a passend sinn.
Wéi gesot hunn déi 19 Bahâ’i Méint vu jeweils 19 Deeg all en Numm deen enger Qualitéit vu Gott entsprécht. Sou
heeschen d’Bahâ’i Méint: Glanz, Ruhm, Schéinheet, Gréisst, Liicht, Erbaarmen, Wierder, Vollkommenheet, Nimm,
Würde, Wëllen, Wëssen, Muecht, Sprooch, Froen, Eier, Herrschaft, Hoheit an Erhabenheet. Am Ufank vun all
Bahâ’i Mount treffen d’Bahâ’i sech an hirer jeeweileger Uertschaft. Dëst Treffen heescht Nonzéngdeegfest. Et ass e
feste Bestanddeel vun de Bahâ’l Aktivitéiten an jiddereen ass invitéiert sech drunn ze bedeelegen.
D’Nonzéngdeegfest besteet aus dräi Deeler. Am éischten Deel, deem geeschtegen Deel gi Gebieder an Texter aus
den hellege Schrëfte virgedroen. Deen Deel ass oft mat passender Musek ënnermoolt. Am zweeten Deel gëtt
beroden. Do huet all Bahâ’i d’Méiglechkeet, sengem lokale Rot Virschléi ze man a Froen ze stellen. Oft gëtt iwwer
Projeten an Aktivitéite geschwat. Wie bekëmmert sech ëm wat, a wou a wéini gëtt déi nächst Konferenz
organiséiert. Hei mécht de lokalen Trésorier och säi Bericht, wéivill Contributiounen erakomm sinn a wéi eng
Ausgaben dëse Mount ugefall sinn. Den drëtten a normalerweis leschten Deel ass dee sozialen Deel. Do gëtt et oft
eng Taass Téi oder Kaffi mat Kuch an eng Klengechkeet ze iessen. D’Kanner spillen an déi Erwuessen ënnerhale
sech. De Sënn vun dësem Nonzéngdeegfest ass deen, dass ee sech op mannst eemol am Mount méi no kënnt a sech
besser kenneléiere kann. Et soll eng Zäit sinn, wou een optanke kann. Eng Beräicherung. Souwäit zum 19Deegfest
an dem Bahâ’i Kalenner.
37 Geschicht: Gedold
37t Sendung, den 12ten an 13te Januar 2002. Dës Geschicht hunn ech am Tréierer Bahâ’i Echo entdeckt. Vu wou se
hierkënnt ass leider net gewosst.
Et war eemol e jonke Mann, dee guer net vill Gedold hat an deen immens gutt streide konnt. Säi Papp wollt him
hëllefen säi Charakter ze verbesseren an huet him eng Këscht mat Neel ginn an zu him gesot: Lauschter, all Kéier
wann s du deng Gedold verléiers oder wann s du dech mat engem streits, dann hëlls de en Nol an du schléiss en an
de Gaardepoteau. Gutt. Den éischten Dag schléit de Jong 37 Neel an de Gaardepoteau. No e puer Wochen huet e
geléiert sech e bësse besser ze behuelen an esou goufen et all Dag manner Neel, déi hien an de Poteau geschloen
huet. En huet erausfonnt, dass et méi einfach ass sech ze behuelen a sech ze beherrschen, wéi andauemd Neel
anzeschloen.
Wéi en et du färdegbruecht huet, kee Nol méi brauchen anzeschloen, ass e stolz bei säi Papp gaang fir him dat ze
zielen. Tipp Topp sot de Papp. Kann s du elo fir all Dag wou s du net streits, en Nol aus dem Poteau erauszéien.
D’Deeg si vergaang bis dee jonke Kärel d’Neel all aus dem Poteau eraus hat. Dunn ass de Papp mat sengem Jong
bei de Poteau gaang an huet him all d’Lächer gewisen déi duerch d’Neel entstane sinn. Mäi Jong, sot en, du hues
dech wierklech gutt dmginn an dech gutt beholl, all Respekt. Mee kuck mol wéivill Lächer elo am Poteau sinn.
Dëse Gaardepoteau wäert niméi sou sinn wéi en eng Kéier war. Wann s de mat engem streits an du vemenns en a
sees him schlecht Wierder, hannerléiss du him eng Wonn, genee sou wéi dës Lächer. Du kanns och ee mat engem
Messer stiechen an dann d’Messer eraushuelen, awer d’Wonn déi bleift. Et ass egal wéivill mol s de dech bei him
entschëllegs, d’Wonn déi bleift. An engem verbal wéidoen ass méi schlëmm wéi engem kierperlech wéidoen.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 37 -
Eng wéi ech fanne wonnerbar Manéier Kanner a Jugendlechen e moralescht Prinzip ze weisen. Direkt si mer do bei
d’Bahâ’i Schrëften komm a wéivill Wäert do op d’Erzéiung vun de Kanner geluecht gëtt. Héiflechkeet géint iwwer
eisen Elteren, eiser Famill an eise Matmënschen ass eng vun deenen Dugenden, op déi souvill Wäert geluecht gëtt
an do hu mir Erwuessener sécher och nach vill drunn ze schaffen. 48mol kënnt dat Wuert Héiflechkeet an deene
Bahâ’i Texter vir, déi ech bei mir am Computer gespäichert hunn. Bahâ'u'llâh seet dass d’Héiflechkeet d’Kroun vun
all den Dugenden ass. Hie seet weider: „ Geseent ass deen, dee mam Mantel vun der Opriichtegkeet gekleet ass an
erliicht mat der Luucht vun der Héiflechkeet. “ D’Geschicht ass awer och erëm eng Bestätigung dass all geeschtegt
Prinzip sech an eiser materieller Welt erëmspigelt.
38 Gott eemol anescht gesinn
38t Sendung, de 19ten an 20te Januar 2002. Haut luet de Ries’en Heng iech op eng Multimediakonferenz am Bahâ’i
Zenter an. Hei seng Invitatioun: Léif Frënn! Ech sinn elo zënter 5 Joer Bahâ‘i. Déijéineg déi net wësse sollten wat
Bahâ‘i ass sief gesot, dass et déi jéngste Weltrelioun ënnert de Reliounen ass, wéi d‘Chrëschtentum, den Islam, de
Juddentum, de Buddismus, den Hinduismus esou wéi verschidden, sougenannt heednesch, spirituell Richtungen.
Sollt ech eng vergiess hunn, sou ass dat keng Absicht, éischter Onwëssenheet mengersäits.
Firwat ech mech iech matdeelen ass Folgendes. D‘Wierder an eisem Vokabulär, wéi Gott, Relioun a Séil, sinn an
der Gesellschaft vun haut verpönt. Dës Wierder erstécken een éischter, wéi dass se ee beliewen. Sie sinn an der
Vergaangenheet esou verfälscht ginn, dass e logesch denkende Mënsch sech vun allem distanzéiert wat mat dem
Begrëff Reliousitéit ze dinn huet. Ech sinn do keng Ausnam. An dorunner huet sech bis haut bei mir och nach
näischt geännert. Wat sech menger Logik widdersprécht, sprécht mech net un. Wat awer net heescht, dass ech Aen
an Ouere verschléissen, virun all dem wat ech momentan net am Stand sinn ze verstoen.
Op dem Wee hunn ech d‘Bahâ‘i hei zu Lëtzebuerg kennegeléiert. Folgenden Opruff an enger Bahâ‘i Zäitschrëft
(Zeit für Geist): „Eegent Sichen no de Wourecht", war ee vun den Ausléiser. Genau dat huet menger eegener
Liéwensphilosophie entsprach, sech selbststänneg an eegeverantwortlech, senger selwer a senger Ëmwelt bewosst
ginn. Bis anno 1995 wousst ech näischt vun de Bahâ‘i. Déi folgend fënnef Joer hunn ech geléiert, ouni beléiert ze
ginn, deene Wierder wéi, Gott, Relioun a Séil eng aner Bedeitung ze ginn.
Déi logesch Konsequenz war, dass ech haut all Relioun an engem aneren Liicht gesinn. Si hunn all an hirem
Ursprong, e befreienden, openen Charakter. Si entspriéchen an hirer Ursprunglechkeet guer net dem beschränkten,
blockéierenden a verstellenden Image deen se haut hunn. Wat d‘Relioune vun hirem Ursprung erhalen hunn ass,
dass se eis, ouni Ausnam erënneren, dass mir een eenzegen a gemeinsamen Ursprong hunn an, dass mir eis deem
solle bewosst ginn. Déi eng nennen en Urknall, déi aner Gott. Wann ech mer haut déi verschidden Definitiounen fir
Urknall a Gott, déi an eiser Welt bekannt sinn, virun Ae féieren, da stellen ech fest, dass dat eent sou ondéfinéiert
ass wéi dat anert. Wat vun de Reliounen hiren Inhalten iwwereg bliwwen ass, si Gesetzer a Formen. Vu
geeschtegen, mysteschen Inhalten a Potentialer schwätzt souzesoen kee méi. Wat hiren eigentlechen Inhalt
ubelaangt, koum ech zu der Schlussfolgerung, dass d‘Reliounen, onofhängeg vun der Epoche oder der
geographescher Lag vun hirem Erschéngen, eng geschlossen Eenheet bilden an hirer Verschiddenheet, an dass hiert
gemeinsamt Zil ass, d‘Mënschheet vum Primat zu enger geeschteger Héichkultur ze féieren. Hautdesdaags gesäit
een d‘Ufäng vun der Héichkultur. Anerersäits sti mir op engem Scheidepunkt tëschent Selbstzerstéierung oder
onvergläichlechem Fortschrëtt. Eng eegen operluergte Selbstkontroll deet Nout. Als Bahâ‘i sinn ech der Meenung,
dass déi ursprénglech Inhalte vun alle Reliounen, sou wéi déi an der Bahâ‘i-Relioun festgehale Gesetzer a Normen,
eis eng enorm Hëllef wäerte sinn op dem Wee an eng phantastesch Zukunft.
An deem Sënn hunn ech eng Konferenz preparéiert déi heescht: "Gott einmal anders gesehen. “ Dat Gesoten ass
ënnerstëtzt an animéiert duerch eng Slide-Show am Powerpoint a stellt mäi momentaant Verständnis vun de Bahâ’i
Schrëften duer, déi ganz villschichteg sinn a vun deenen Dir iech är eege Meenung bilde sollt.
Et géing mech freeën iech am Bahâ’izenter, Allée Léopold Goebel, Lëtzebuerg/Stad, en Donneschden, de 25 Januar
2001 um 20h00 erëmzegesinn wann et heescht: "Gott eemol anescht gesinn".
39 Beschass
39t Sendung, de 26ten a 27te Januar 2002. Alles wat mir am Liewe maachen, all Aktivitéit, bréngt Konsequenze
mat sech. An de Bahâ’l Schrëfte fällt op wéi uerg a schlëmm d’Konsequenz vum Klaatschen (Beschass) ass, vum
Kritiséieren a schlecht iwwer aner schwätzen. Bahâ'u'llâh seet dass iihle Nachrede d’Luucht vun eisem Häerz
erläscht an d’Liewe vun eiser Séil erstéckt. Mir soen am Lëtzebuergesche Klaatschen fir dat Englescht gossiping.
Mir schwätze jo gär iwwer déi aner, am Café, an der Patisserie, iwwerall wou et nëmme geet. Fir dat Englescht
backbiting, oder dat Däitscht üible Nachrede soe mer héchstens, deen an dee gëtt emol gutt erofgemaach; gudde
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 38 -
Beschass. An dann hu mer d’Kritiséieren, wat e bësse méi neutral kléngt. Et kann een och soe konstruktiivt
Kritiséieren, wat a Wierklechkeet awer destruktiv ass.
Schlecht iwwer aner Leit schwätzen erläscht d’Luucht vun eisem Häerz an erstéckt d’Liewe vun eiser Séil. Abdu'l-
Bahâ, de Nofolger vu Bahâ’u'llâh gëtt eis dëse Rotschlo: Wann een iech eppes schlechtes iwwer een zielt, deen net
do ass, dann ass et är Flicht, dës Persoun op eng frëndlech Aart a Weis ze froen, domat opzehalen an hir ze soen:
Wat bréngt et eng aner Persoun erofzemaachen? Nëtzt et iergendenger Séil? Am Géigendeel, mat deem Geschwätz
gëtt eist Häerz mat Stëbs zougedeckt, eis Ouren héieren näischt méi, an eis Ae gesinn d’Luucht vun der Wourecht
net méi. Just de Konträr sollte mer man, an zwar déi aner Leit luewen an déi positiv Qualitéiten eraushiewen. Mir
sollen eis Méi ginn, an all Mënsch dat Gutt ze gesinn. Wa mer ee gär hunn, fällt et eis natierlech méi liicht, deem
seng Feeler ze iwwersinn a just dat Gutt ze gesinn. Wa mer versiche jiddereen ze appréciéieren a gär ze hunn, net
wéinst hirer selwer, mee well mer jo all d’selwecht sinn a well mer jo all vun deem selwechte Gott erschaf goufen,
fallt et eis vläicht méi einfach. Duerfir brauche mer eigentlech och ni rosen oder ongedëlleg mat engem Mënsch ze
ginn.
Mir huet eng Kannergeschicht zu dësem Thema gutt gefall: Eng Fra déi agesinn huet dass se wierklech wonnerbar
am Beschass ass, huet sech virgeholll eppes dergéint ze man. Si geet bei ze Psycholog fir hien ëm Hëllef ze froen a
vläicht eng Therapie ze man. De Psycholog gëtt der Fra dës Uweisung: Sou, mar gitt er iech en Hung kafen an da
gitt der spadséieren. Wärend deem der trëppelt, plëmmt der d’Hung an aller Rou an da kommt der den Dag drop
nees bei mech. D’Fra huet sech geduecht. Deen do huet se jo neméi all, ech soll spadséiere goen an en Hung
plëmmen, mee de Psycholog huet hir gefléift an hir verséchert, dass dës Method bis elo nach ëmmer geklappt huet.
Alles gutt, si mécht wat si ugestallt gouf a kënnt den Dag drop zréck bei de Psycholog. Hie lueft se a seet hir: Tipp
topp, elo hätt ech gär dass der de Mëtteg zréck gitt, dee Wee wou der spadséiere waart an da raaft der all déi
Plomme vun ärem geplëmmten Hung nees op an dir bréngt mer se. Ma dat geet dach neméi seet d’Madame, se sinn
dach all fortgeflunn, et ass onméiglech. D’Moral vun der Geschicht hutt der sécher aleng erausfonnt. Wann ech eng
Kéier schlecht iwwer ee schwätzen, kann ech dat sou gitt wéi niméi zréckhuelen a réckgängeg man.
Et sief nach op eng Photosausstellung am Stater Cercle higewisen, 157 Joer Bahâ’i Glawen, organiséiert vun der
Stater Bahâ’icommunautéit. D’Ausstelllung ass vum 9te bis de 16te Februar. Dobei eng Invitatioun op zwou
Konferenzen am Cercle, an zwar de 9te Februar um 8 Auer owes mam Dr Rassekh aus der Schwäiz. Actualités de la
foi ass säin Thema an den 13te Februar och nees um 8 Auer owes, mam Här Louis Henuzet aus der Belsch iwwer
d’Bahâ’i Geschicht. Fir weider Info, telefonéiert dem 442220.
40 D’Bahä’I Schrëften
40t Sendung, den 2ten an 3te Februar 2002. De nächste Freideg, 9te Februar hutt der eng Woch laang
d’Geleeëenheet am Stader Cercle eng Ausstellung iwwer d’Geschicht vum Bahâ’i Glawen ze besichen, an dat an
der Woch iwwer vun 10 bis 6 a Sonndes vun 2 bis 6. Den Titel vun der Ausstellung heescht: D ’Âerd ass nëmmen ee
Land an all Mënsche si seng Bierger. Am Cercle och zwou Konferenzen an dat den éischten Owend, Freides de
9ten um 8 Auer owes mam Dr Rassek, Docteur en sociologie, aus der Schwäiz: L ’actualité mondiale de la Foi
Bahâ ’i, an Dënschdes den 13te um 8 Auer mam Här Henuzet aus der Belsch: Les 157 ans de la foi hahâ ’ie. Wéi
gesot dat alles am Stater Cercle vum 9te bis den 13ten.
Wa mer scho bei Geschicht sinn, gesäit een och séier, wéi wichteg authentesch Dokumenter haut ëmmer nach sinn.
Fir eng Relioun sinn authentesch Dokumenter vun hirem Begrënner ëm sou méi wichteg, vu dass eng Relioun jo en
Afloss op d’Mënschheet wärend eng länger Zäit wëllt hunn. D’Bahâ’i Relioun huet Gottseidank ganz vill
authentesch Dokumenter. De Reliounsstëfter, Bahâ'u'llâh selwer an aner zentral Perséinlechkeeten hunn
handschrëftlech Opzeechnungen hannerlooss oder Texter déi vun hinne bestätegt gi sinn, déi meeschtens am
perseschen, arabeschen oder engleschem Original erhale sinn. Haut gëtt et Iwwersetzungen an all deene grousse
Sprooche vun der Welt.
Bei dëse Schrëften handelt et sech ëm ganz verschidden Texter, sou zum Beispill Bréiwer u Privatpersounen,
Dokumenter un Herrscher, Bicher, Ofhandlungen a kuerz Texter. An all deem fënnt ee Gebieder, sachlech
Ausernanersetzunge mat Froen déi un den Auteur geriicht waren, lyresch oder mystesch Passagen, historesch
Aufsätz a nach villes méi.
Fir e Bahâ’i verbindlech sinn d’Schrëfte vun dësen Auteuren: Bâb, (dee vun 1819 bis 1850 gelieft huet), Stëfter vun
der Bâbi-Relioun a Verleefer vu Bahâ'u'llâh. Bahâ'u'llâh, 1817-1892, Begrënner vun der Bahâ’i Relioun. Abdu'l-
Bahâ, 1844-1921, Jong vu Bahâ'u'llâh an autoriséierten Ausleeër vu sengem Papp senge Schrëften.
De Shoghi Effendi, 1897 - 1957, Enkel vum AbduT-Bahâ a Leeder vun der weltwäite Bahâ’icommunautéit, an dat
a Virbereedung op d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet, déi héchst Kierperschaft an der Bahâ’i Weltgemeng;
dëse Gremium gëtt säit 1963 all fënnef Joer gewielt an huet säi Sëtz zu Haifa an Israel. Opgrond vun hirer zugläich
Bahâ ’iEmissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 39 -
dezentraler Struktur gëtt et an der Bahâ’i Weltcommunautéit nach weider Institutiounen, déi, ënner annerem duerch
Communiqués de Presse hire Beitrag zur Fërderung vu Welteenheet leeschten, sou zum Beispill d’intemational
Bahâ’icommunautéit oder de Nationale Geeschtege Rot vun de Bahâ’i vu Lëtzebuerg.
Hei elo e puer vun den Themen déi träitéiert ginn : Eng nei Weltuerdnung, Fridden, déi wirtschaftlech a sozial
Entwécklung, d’Famill, d’Erzéiung, d’Ëmwelt, Fraen, d’intemational Bahâ’i Gemeng an d’Vereenten Natiounen,
d’Mënscherechter an d’Verfollegunge vun de Bahâ’i am Iran.
Zum Thema Erzéiung seet Bahâ'u'llâh dass et jidderengem seng Flicht ass, sech Wëssen unzëeegnen. Dobäi sollten
awer déi Wëssenschafte studéiert ginn, déi de Vëlker op der Äerd eppes nëtzen a net déi, déi mat Wierder ufänken a
mat Wierder ophalen. Vill verdanken d’Vëlker vun der Welt de Wëssenschaftler an den Handwierker. Wëssen ass
wierklech e Schatz fir de Mënsch, eng Quell vu Ruhm, Groussmut, Freed an Erhuewenheet. (AKKA 5:15)
Passend zum Thema präsentéiert d’Bahâ’icommunautéit dëse Weekend hir Bahâ’i Librairie, an der Allée Léopold
Goebel No 17. Agelueden ass d’ganz Famill an dat Samschdes mëttes vun 2 Auer bis owes a Sonndes vun 10 bis 6.
Eng Rei vu bekannten Auteuren animéieren dëse Weekend, dorënner d’Farah Dustdar, d’Bahiyyih Nakhjavani, de
Josy Braun, de Paul Thiltges, de Roger Manderscheid, de Gilbert Pregno, de Fari Khabipour an de Guy Rewenig.
Fir weider Froen, mfft am Bahâ’i Zenter um 442220 un oder kommt einfach bis era kucken wat leeft. Dat ass dëse
Weekend, Samschdeg vun 2 Auer a Sonndes vun 10 Auer aus un.
41 Bahä’u’llâh, Begrënner vum Bahâ’f Glawen, Deel 1/4
41t Sendung, den 9ten an lOte Febmar 2002. An dëser Rubrik kucke mer eis d’Liewe vum Begrënner vum Bahâ’i
Glawen e bësse méi genee un. Den 12ten November 1817 ass Bahâ'u'llâh zu Teheran, der Haaptstad vu Persien, op
d’Welt komm. Schon a senger Kandheet huet hien aussergewéinlech Qualitéite gewisen an d’Aart a Weis wéi hie
sech beholl huet, huet seng Elteren dovun iwwerzeegt dass hie fir eppes ganz Grousses bestëmmt war. Dem
Bahâ'u'llâh säi Papp, e Minister mat vill Verdéngschter um Haff vum Kinnek, hat eng ganz besonnesch Léift fir säi
Jong. Hien huet eng Kéier gedreemt, dass säi Jong, Bahâ'u'llâh an engem onendlech groussem Mier geschwommen
ass a säi Kierper gestraalt huet an d’ganzt Mier erliicht huet. Ronderëm säi Kapp hu seng laang pechschwaarz Hoer
gestraalt, an dat an alle Richtungen op dem Waasser. Eng Onmass vu Fësch hu sech ronderëm hie versammelt, a
jidderee vun hinnen huet sech un ee vu sengen Hoer ugehal. Obschonn et ganz vill Fësch waren, huet Bahâ'u'llâh
net een eenzegt Hoer verluer. Fräi an ouni Zwang, huet hie sech iwwer dem Waasser beweegt an d’Fësch sinn him
all nokomm. Bahâ'u'llâh säi Papp wollt wëssen, op den Dram eng Bedeitung hätt, an huet e Mann gefrot, dee fir
seng Wäisheet bekannt war, him den Dram ze erklären. Hie sot dat hei: „Dat onendlecht Mier wier eis Welt. Aleng
an ouni Hëllef, kréich Bahâ'u'llâh d ’Herrschaft iwwer d’Welt. All déi vill Fësch ronderëm hien géifen d’Onrou an
d’Opreegung duerstellen, déi hien ënnert de Leit schafe géif. Hie wier awer ënnert dem onfeelbare Schutz vum
Allmächtegen a näischt kéint him wéidoen. “
Mat 14 Joer scho war Bahâ'u'llâh beim Haf vum Kinnek berüümt fir seng Wäisheet a säi Wëssen. Hien hat 22 Joer
wéi säi Papp gestuerwen ass. D’Regierung huet him déi selwecht Position ugebueden. Bahâ'u'llâh awer hat net
wëlles seng Zäit mat weltleche Saachen ze verbréngen. Hien huet den Haff vum Kinnek a senge Ministeren hannert
sech gelooss fir e Wee anzeschloen, deen hie vum Allmächtege krut. Seng Zäit huet hien domat verbruecht den
Ënnerdréckten, de Kranken an den Aarmen ze hëllefen. Geschwë war hie bekannt als Een, dee sech fir d’Saach vun
der Gerechtegkeet agesat huet.
Mat 27 Joer krut Bahâ'u'llâh, duerch e speziellen Iwwermëttler, e puer vun de Schrëfte vum Bâb, een dee gesot huet
dass den Dag vu Gott ganz no ass, den Dag wou eng nei Manifestatioun vu Gott Weltfridden, Eenheet a
Gerechtegkeet brénge wäert. Eppes wou d’Mënschheet scho laang drop gewaart huet.
Bahâ'u'llâh huet dëse Message vum Bâb direkt akzeptéiert an ass ee vu sengen enthusiasteschten Unhänger ginn.
Mee leider hunn déi, déi iwwer d’Leit vu Persien regéiert hunn, blann duerch hir eegen egoistesch Wënsch, sech et
zum Zil gemaach, d’Unhänger vum Bâb op eng ganz grausam Aart a Weis ze verfollegen. Bahâ'u'llâh, obschonn hie
wéinst senger Nobilitéit bekannt war, gouf net verschount. E bësse méi wéi aacht Joer no der Erklärung vum Bâb,
an zwee Joer nodeem hie selwer e Märtyr ginn ass, hu si Bahâ'u'llâh an en däischteren, ënnerirdësche Prisong 1
gehäit, wat schwaarzt Lach genannt gëtt. D’Kette ronderëm säin Hals waren esou schwéier, dass hie säi Kapp net
konnt hiewen. Hei huet Bahâ'u'llâh véier schrécklech Méint vu gréisster Nout verbruecht. An awer war et an dësem
Prisong wou Gottes Geescht seng Séil gefëllt huet an Him offenbaart huet, dass Hien deejéinegen wier, op deen
d’Leit zu allen Zäiten drop gewaart hunn. 2 Aus dësem donkle Prisong, ass d’Sonn vu Bahâ'u'llâh opgaangen, fir
1 Kerker
2 The Promised One, der Verheissene
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 40 -
d’ganz Création ze erliichten. (aus Ruhi Buch 2) Souwäit zum Liewe vu Bahâ'u'llâh. Wéi säi Liewe sech
weiderentwéckelt, gitt dir d’nächst Woch an eiser Rubrik gewuer.
Ech wëll nach ganz kuerz op d’Ausstellung am Stater Cercle hiweisen. Do kënnt dir bis den 13ten eng
Fotosausstellung iwwer de Bahâ’i Glawe gesinn, an dat an der Woch vun 10 bis 6 a Sonndes vun 2 bis 6 Auer.
Dozou eng Konferenz en Dënschdeg den 13ten um 8 Auer owes mam Här Henuzet aus der Belsch: Les 157 ans de
la foi bahâ ’ie. Wéi gesot dat alles am Stater Cercle nach bis den 13ten.
42 Bahä’u’lläh, Begrënner vum Bahä’i Glawen, Deel 2/4
42t Sendung, de löten a 17te Februar 2002. An dëser Rubrik kucke mer eis d’Liewe vum Begrënner vum Bahâ’i
Glawen e bësse méi genee un. A senger Kandheet schonn huet Bahâ'u'llâh aussergewéinlech Qualitéite bewisen.
Mat 14 Joer war Hie beim Haff vum Kinnek berüiimt fir seng Wäisheet a säi Wëssen.
Bahâ'u'llâh war 22 wéi säi Papp gestuerwen ass. Hien huet sengem Papp seng Carrière bei der Regierung net
ageschloen, mee huet seng Zäit domat verbruecht, den Ënnerdréckten, de Kranken an den Aarmen ze hëllefen.
Fënnef Joer méi spéit huet Bahâ'u'llâh dem Bâb säi Message akzeptéiert. Hie sot dass den Dag vu Gott ganz no
wier, den Dag wou eng nei Manifestatioun vu Gott Weltfridden, Eenheet a Gerechtegkeet brénge géif. Mee sou e
Message ze akzeptéieren war verhängnisvoll, wëll déi, déi deemools a Persien regéiert hunn, blann duerch hir eegen
egoistesch Wënsch, sech et zum Zil gemaach haten, d’Unhänger vum Bâb op eng ganz grausam Aart a Weis ze
verfolgen. Sou koum et, dass Bahâ'u'llâh véier schrécklech Méint vu gréisster Nout an engem däischteren,
ënnerierdësche Prisong verbruecht huet. A grad do huet Gottes Geescht seng Séil gefëllt an Him offenbaart, dass
Hien deejéinege wier, op deen d’Leit zu allen Zäiten drop gewaart hunn.
No véier Méint an engem däischtere Lach, krut Bahâ'u'llâh alles geholl wat en hat, an Hien a seng Famill goufen an
den Exil geschéckt. An der batterer Keelt vum Wanter, si si laanscht déi westlech Bierger vu Persien op Baghdad
gereest. Baghdad war deemools eng Stad am ottomanesche Räich an ass haut d’Haaptstad vum Iraq. Wierder kënne
net beschwreiwe wat si alles erlidden hunn, wéi si honnerte vu Kilometeren iwwer Äis a schnéibedeckte Buedem
goungen, op hirem Wee zu dëser schicksalsbeluedener Stad.
D’Bekanntheet vu Bahâ'u'llâh huet sech séier duerch Bagdhad an aner Stiet an der Emgéigend verspreet a méi a méi
Leit koume bei d’Dier vun dësem Prisonéier am Exil, fir hire Seegen ze kréien. Mee do waren der e puer, déi iwwer
seng Berümtheet jalous goufen. Ënnert hinne war Bahâ'u'llâh säin eegenen Hallefbrudder Mirza Yahya, deen ënnert
sengem Schutz gelieft huet. De Mirza Yahya huet sech géint Bahâ'u'llâh geriicht an huet geduecht dass d’Unhänger
vum Bâb, déi him zu däer Zäit grousse Respekt gewisen hunn, hien als hire Leader akzeptéiere géifen. Hie wosst
net, datt doduerch dass hie sech géint d’Manifestatioun vu Gott geriicht huet, hie seng eege Nidderlag erbäibrénge
géif. Well wann eng gëttlech Manifestatioun erschéngt, kënnen nëmmen déi op eng wierklech Éier hoffen, wa si
och a Sengem Déngscht liewen. Souguer déi allemootste Famill duerf net vergiessen, dass Hien â part ass vun allen
aneren mënschleche Liewewiesen an dass Hien e Rank huet, dee soss keen deele kann.
Dat wat de Mirza Yahya, dem Bahâ'u'llâh säin Hallefbrudder alles ugestallt hat, huet am meeschten Oneenheet
ënnert den Unhänger vum Bâb bmecht, an huet Bahâ'u'llâh vill Misère gemaach. Onverhofft, enges Owes, ouni
enger Séil eppes ze soen, ass hie vun doheem fortgaang fir an d’Bierger vu Kurdistan ze goen. Zréckgezu vun der
Welt, huet hien do gelieft, beschäftegt mat Gebiet a Meditatioun. An enger klenger Höl huet Hie gewunnt an huet
vu Waasser a Brout gelieft. Kee wosst säin Numm oder vu wou en hirkéim. Mee dunn, lues a lues, hunn d’Leit aus
der Emgéigend vun Him geschwat als deen ouni Numm, e groussen Hellegen, dee säi Wësse vu Gott kmt. Wéi du
säin eeltste Jong, Abdu'l-Bahâ vun dësem hellege Personnage héieren huet, huet hien doranner direkt säi Papp
erkannt. Bréiwer sinn extra duerch en Iwwermëttler bei Hie geschéckt ginn, wou Bahâ’u'llâh mat vill Léift gebiede
gouf, dach zréck op Baghdad ze kommen. Hien huet dat dann och akezptéiert, an domat war eng schmäerzlech
Trennung déi zwee Joer gedauert hat, zu Enn. 1 Souwäit zum Liewe vu Bahâ'u'llâh. Wéi säi Liewe sech
weiderentwéckelt, gitt dir d’nächst Woch an eiser Rubrik gewuer.
43 Bahä’u’lläh, Begrënner vum Bahä’i Glawen, Deel 3/4
43t Sendung, den 23ten a 24te Febmar 2002. An deenen zwou leschten Emissiounen si mer e bësse vun der
Kandheet a Jugend vu Bahâ'u'llâh gewuer ginn. Den Dram vu Bahâ'u'llâh sengem Papp, seng Wäisheet a säi
Wëssen, a säi Wonsch anstatt Minister beim Kinnek ze ginn, sou wéi säi Papp, léiwer den Ënnerdréckten, Kranken
an Aarmen ze hëllefen. Mir hu gesi wéi Bahâ'u'llâh, well Hien de Message vun enger neier Manifestatioun am Iran
unerkannt huet, déi der Mënschheet sollt Fridden, Eenheet a Gerechtegkeet bréngen, Hie véier schrecklech Méint an
1 aus Ruhi 2, Säit 32
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-41 -
engem ënnerierdeschen däischtere Prisong gelidden huet, a wéi Gott Him grad do gesot huet, dass Hien de
Prophezeite vun allen Zäiten wier. Mir hu gesinn wéi Hien iwwer d’Bierger vu Persien op Bahgdad mat senger
Famill an den Exil geschéckt gouf, erëm ënner fuerchtbare Conditiounen; wéi zu Baghdad seng Berüümtheet sech
séier erëmgeschwat huet a méi a méi Leit vun Him säi Seege wollten; wéi zugläicher Zäit, virun allem den
Hallefbrudder vu Bahâ'u'llâh jalous iwwer Hie gouf an drop aus war, Oneenheet an der Communautéit ze stëften; a
wéi Bahâ'u'llâh sech doropshi stënnterlech entschloss hat, ouni engem eppes ze soen, sech zwee Joer an d’Bierger
vu Kurdistan zréckzezéien, fir ze bieden an ze meditéieren, an dat bei Waasser a Brout.
Nodeem et sech erëmgeschwat hat, dass en Hellegen, dee Wësse vu Gott hätt, sech an de Bierger vu Kurdistan
ophale géif, huet Bahâ'u'llâh säi Jong et färdegbruecht, Hien ze bieden erëm op Baghdad ze kommen, an dat no
enger Trennung vun zwee Joer.
Wärend der Zäit wou Bahâ'u'llâh net zu Baghdad war, stoung et schlecht ëm d’Bâbi Communautéit. Bahâ'u'llâh huet
domat ugefaang, déi verfollegt Unhänger vum Bâb mat engem neie Geescht ze fëllen. Obschonns Hien nach net
annoncéiert hat, zu wat Hie beruff war, hat d’Kraaft an d’Wäisheet vu senge Wierder ugefaang d’Loyalitéit vun
ëmmer méi enger grousser Zuel vu Bâbis an d’Bewonnerung vu Leit aus alle Schichten ze gewannen. Mee de
fanatesche moslemesche Klergé a säi jalouse Brudder konnten et net erdroen dass Bahâ'u'llâh sou en immensen
Afloss op esou vill Mënschen hat. Si hu sech esou laang bei den Autoritéite beschwéiert bis déi persesch Regierung
sech mat e puer vun de Beamte vum ottomanesche Räich zesummegedoen hunn, fir Bahâ'u'llâh nach méi wäit vu
sengem Heemechtsland wegzehuelen, des Kéier an d’Stad Konstantinopel.
Abrëll 1863 war e Mount vu vill Trauer fir d’Awunner vu Baghdad. Deen, deen hinnen un d’Häerz gewuess war,
huet hir Stad verlooss, fir op eng Plaz ze goen déi hinne friem war. E puer Deeg ier e fortgaang ass, goung Hien an e
Gaart just baussend der Stad, e Gaart dee bekannt ass als Gaart vum Paradis; huet do Säin Zelt opgeriicht, a wärend
zwielef Deeg huet Hien do eng Onmass vu Visiteuren empfaang, déi koume fir Him Äddi ze soen. D’Unhänger
vum Bâb koumen an dëse Gaart schwéieren Häerzens; e puer vun hinne sollte Bahâ'u'llâh op senger nächster Etapp
vum Exil begleeden, mee vill vun hinnen hu missten zréck bleiwen, ouni de Privileg, fir kënnen no bei Him ze sinn.
Mee Gott wollt net dass dëst sollt eng traureg Geleeënheet sinn. D’Diere vu senger onendlecher Grousshäerzegkeet
ware wäit op, a Bahâ'u'llâh huet deene ronderëm Him gesot, dass Hien deejéinege wier deen de Bâb ugekennegt hat,
déi Persoun op déi d’Mënschen zënter jeehir gewaart hunn. D’Trauer gouf ersat duerch onendlech Freed; Häerzer
hu méi héich geschloen a Séilen goufen ugestach mam Feir vu Senger Léift. Fir déi nächst Jorhonnerten, wäerten
dës 12 Deeg, vum 21sten Abrëll bis den 2te Mee, vu Bahâ’i iwwerall als d’Ridvanfest, d’Fest vum Paradis gefeiert
ginn, de Gebuertsdag vun der Deklaratioun vu Bahâ'u'llâh a senger weltëmfaassender Missioun. 1
Souwäit zum Liewe vu Bahâ'u'llâh. De 4ten a leschten Deel vum Liewe vu Bahâ'u'llâh kënnt dir d’nächst Woch an
eiser Rubrik héieren.
44 Bahä’u’llâh, Begrënner vum Bahâ’i Glawen, Deel 4/4
44t Sendung, den 2ten 3te März 2002. An den dräi leschten Emissiounen hu mer eis dem Bahâ'u'llâh seng
aussergewéinlech Kandheet a Jugend e bësse méi genee ugekuckt; wéi Hie seng Zäit dermat verbruecht huet, sech
fir déi Ënnerdréckten, Aarm a Krank anzesetzen; wéi Hie sech selwer zu enger neier Relioun bekennt, déi vum Bâb,
deen, deen de Wee soll virbereeden fir d’Komme vun enger neier Manifestatioun, déi der Mënschheet Eenheet,
Fridden a Gerechtegkeet bréngt; wéi Bahâ'u'llâh dowéinst fuerchtbar Zäiten am Prisong verbréngt an awer grad do
vu Gott gesot kritt, dass Hien den Auserwielten ass, fir dëse Message vu Fridden der Mënschheet ze bréngen; wéi
Bahâ'u'llâh, e Perser, mat senger Famill, zu Fouss an iwwer schnéibedeckte Bierger an den Exil geschéckt gëtt, fir
d’éischt op Baghdad, an dunn op Konstantinopel. Déi geeschtlech Autoritéiten hu geduecht, dass wann si
Bahâ'u'llâh an den Exil schécken, géifen si deen neie Glawen erläschen. Mee just de Géigendeel war de Fall.
Iwwerall wou Bahâ'u'llâh am Exil war, waren d’Leit vu senger Wäisheet a sengem Wëssen ugezunn.
Konstantinopel war de Sëtz vum ottomanesche Räich. Och hei huet dem Bahâ'u'llâh seng Wäisheet a perséinleche
Charme ugefaang, ëmmer méi Leit unzezéien. „Hien duerf net méi laang hei zu Konstantinopel bleiwen ", sou sot
de fanatesche musleemesche Clergé, deen dann och d’Autoritéiten dovun iwwerzeegt kruten, Hie weider an den
Exil ze schécken, anzwar op Adrianopel. Et war do wou Bahâ'u'llâh de Kinneken an de Leadere vun der Welt
geschriwwen huet. Hien huet se opgefuerdert ze kucken dass et hire Bierger gutt geet anstatt se ze ënnerdrécken.
Dunn hu Seng Feinden sech eng iwweraus grausam Bestrofung afale gelooss. Hien a seng Famill sollten op Akko,
also op Saint Jean d’Acre an den Exil goen, wat deemools déi schlëmmste Bestrofungskolonie am ganze Räich war.
Sécher wäert Hien do an den haarde Bedingunge vun där Prisongsstadt ëmkommen, duechten déi schwachsënneg
Männer déi sech virgestallt haten si kënnten dat verhënnere wat Gott selwer a Beweegung gesat hat.
1 aus Ruhi 2, Säit 32
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 42 -
Et wier zevill fir all dat opzezielen, wat Bahâ'u'llâh zu Akko erlidden huet. Am Ufank war Hien aleng an enger Zell
agespaart wou souguer seng Kanner keng Erlaabnes haten, Hien ze gesinn. Et huet Him do un alles gefeelt a Feinde
waren Dag a Nuecht ronderëm Him. Mee lues a lues hunn d’Bedingungen am Prisong sech fir Hie geännert.
D’Awunner vun Akko an d’Autoritéite goufen iwwerzeegt dass déi puer Bahâ’i déi an hir Stad an den Exil koumen,
onschëlleg waren. Alt nees eng Kéier ware Leit duerch d’Wäisheet an d’Léift vun dësem aussergewéinleche
Personage ugezunn, obschonn déi meescht net verstan hunn, ween Hien da wierklech war. No e puer Joer goufen
d’Diere vun der Prisongsstad fir Bahâ'u'llâh a seng Unhänger opgemaach. Schlussendlech war et Him selwer erlaabt
an enger relativ méi bequemer Emgéigend ze liewen. Mir kennen et haut als den Haff (Besëtz) vu Bahji. Do ass
Hien am Mee 1892 verstuerwen, an dat op der Héicht vu senger Majestéit an Herrlechkeet.
Bahâ'u'llâh huet de Fändel vum universale Fridden a Bridderlechkeet an d’Luucht gehuewen an Hien huet d’Wuert
vu Gott geoffenbaart. Obscho seng Feinden all hir Kräfte géint Hie geriicht haten, huet Hien iwwer si gewonnen,
well Gott Him dat, wéi Hien am Prisong zu Tehran a mat Ketten ugestréckt, versprach. Wärend Sengem ganze
Liewen, huet Säi Message d’Häerzer vun Dausende vu Leit nees belieft a vill hunn hiert Liewe fir Hie gelooss. An
haut fuere seng Léiere weider sech uechter d’Welt ze verbreeden. Ëmmer méi Leit inspiréiere sech u senge Wierder.
Näischt kann Hien dovun ofhale säin Zil ze verwierklechen, anzwar d’Mënschheet an engem gemeinsame Glawen
ze vereenen. 1
Souwäit zum Liewe vu Bahâ'u'llâh. Wann dir faszinéiert sidd vun dësem Personage, fannt dir genuch Informatioun
iwwer säi Liewen an de Bibliothéiken oder um Netz, an dat ënner www.bahai.lu
45 D’Faaschtenzäit
idem No 96
46 Duuscht no Geeschtegkeet
46t Sendung, de 16ten a 17te März 2002. Dëslescht, wéi ech zu Frankfürt am europäeschen Haus vun der Andacht
war, hunn ech mer e Buch kaaft dat „ Verse Gottes “ heescht, Liesunge fir moies an owes. Et ass de Leitgedanken,
vum Abdu'l-Bahâ, am Ufank vum Buch, dee mech besonnesch ugesprach huet. Hei meng Iwwersetzung:
„Fir d’éischt muss de no Geeschtegkeet Duuscht hunn. Da lief däi Liewen, lief däi Liewen, lief däi Liewen! Fir
dësen Duuscht no Geeschtegkeet ze kréien, denk no iwwer d ’Liewe nom Doud. Studéier déi helleg Wierder, lies
deng Bibel, lies d ’helleg Schrëften a studéier besonnesch déi helleg Aussoe vu Bahâ 'u 'llâh. Gebiet a Meditatioun,
huel derfir béid vill Zäit. Da wäers de dëse groussen Duuscht spieren, a nëmmen da kanns de ufänken, d’Liewen ze
liewen. “ 2
Dat heescht d’Bahâ’i Schrëfte soen eis, wa Geeschtegkeet dech interesséiert, wann s de däi Liewe spirituell
verbessere wëlls, a wanns de dësen Duuscht no Geeschtegkeet kréie wëlls, dann denk no iwwer d’Liewen nom
Doud, lies an den hellege Schrëften an huel der genuch Zäit fir Gebiet a Meditatioun. An dat maache mir an den
nächsten Emmissiounen.
A wat ass besser wéi eis Séil, wann ee gär iwwer d’Liewen nom Doud nodenkt. Dozou kucke mer eis den drëtten
Deel aus dem Ruhi Cours Nr 1 un: Liewen an Doud. Et geet drëm ze verstoen, dass d’Liewen net am Wiessel a
Wandel vun dëser Welt besteet, mee dass seng richteg Bedeitung an der Entwécklung vun der Séil läit. Dat richtegt
Liewen, d’Liewe vun der Séil, ass nëmmen eng kuerz Zäit an dëser Welt a fiert da fir éiweg an den anere Welte vu
Gott weider.
Vu wou kënnt d’Séil dann hir? D’Séil huet hiren Ursprong an de geeschtege Welte vu Gott. Si steet iwwer der
Materie an der physescher Welt. D’Individuum fänkt an deem Moment un, wou d’Séil, déi jo aus de geeschtege
Welte kënnt, sech zum Zäitpunkt vun der Befruchtung mam Embryo verbënnt. Dëst Matenanersinn ass net
materiell; d’Séil trëtt net an de Kierper an a si hëlt och keng kierperlech Plaz an. D’Séil gehéiert net zur materieller
Welt. D’Bezéiung Séil - Kierper ass änlech, wéi d’Bezéiung Liicht - Spigel. D’Liicht déi am Spigel erschéngt, ass
net am Spigel selwer, mee kënnt vun enger Quell vu baussen. Änlech ass et och mat der Séil; si ass net am Kierper;
et gëtt awer e spezielt Verhältnis tëschent dem Kierper an der Séil, an zesumme maache si de Mënsch aus. Fir
zesummenzefassen kann ee soen dass d’Séil hiren Ursprong an de geeschtege Welten huet, dass d’Liewe vum
Mënsch dann ufänkt wa sech d’Séil mam Embryo verbënnt, dass d’Séil net zur materieller Welt gehéiert, dass
d’Séil net am Kierper ass.
Et kann een sech da froen: Fänkt dat richtegt Liewe vum Mënsch mat der Gebuert an dëser Welt un? Fiert déi
materiell Existenz an den anere Welte vu Gott weider? Ass de Kierper Propriétaire vun der Séil? Besteet d’Liewen
just aus Saachen, déi eis am Alldag passéieren?
1 aus Ruhi 2, Säit 32
2 Abdu 'l-Bahâ, Verse Gottes, Bahâ Y Verlag
^ *
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-43 -
Souwäit zum éischten Deel vun eiser Rubrik, wou et drëm gaang ass ze kucken, wéi een en Duuscht fir
Geeschtegkeet entwéckele kann. D’Bahâ’i Schrëfte soen eis, dass mer deen Duuscht kréien, an deem mer un
d’Liewen nom Doud denken, d’helleg Schrëfte studéieren an eis genuch Zäit zum Gebiet an der Meditatioun
huelen.
47 D’Séil
47t Sendung, den 23ten a 24te März 2002. Mir hunn d’lescht Woch ugefaangen driwwer ze schwätzen, wéi een en
Duuscht no Geeschtegkeet kréie kann. D’Bahâ’i Schrëfte soen eis, dass virun allem dräi Saachen engem dobäi
hëllefen: ‘Abdu’l-Bahâ seet: „Denk no iwwer d’Liewen nom Doud, huel der vill Zäit fir Gebiet a Meditatioun a
studéier déi helleg Schrëften. “ A wa mir gär iwwer d’Liewen an den Doud nodenken, ass et nëtzlech, iwwer eis Séil
nozedenken. Op folgend Froen zum Thema ginn d’Bahâ’i Schrëften kloer Äntwerten:
Wéi laang ass d’Séil mam Kierper verbonnen? Wou geet de Kierper nom Doud? Wou geet d’Séil nom Doud? Wéi
laang entwéckelt D’Séil sech weider ? Wat ass méi wichteg: D’Séil oder de Kierper? Vu wou kënnt d’Séil hir? Wéi
en Deel vum Mënsch gouf nom Bild vu Gott erschaf ? Wat ännert sech an eisem Liewe, wa mir stierwen? Wéini
hält d’Liewen op? Wat geschitt mat der Connexioun tëschent Kierper a Séil, wa mir stierwen?
Tëschent dem Kierper an der Séil besteet eng aussergewéinlech Connexioun. Zesumme maache si de Mënsch aus.
Dës Connexioun besteet eenzeg an eleng der Zäit hei op der Welt. Wann d’Connexioun eriwwer ass, geet all Deel
do zréck wou et hirkomm ass. De Kierper zu der Welt vum Stëbs an d’Séil zu de geeschtege Welte Gottes. D’Séil,
déi aus de geeschtege Sphäre kënnt, erschafen nom Bild vu Gott, déi et fäerdeg bréngt, sech gëttlech Qualitéiten an
himmlesch Eegeschaften unzëeegnen, entwéckelt sech no der Trennung vum Kierper bis an all Éiwegkeet.
Mat dësen Informatiounen kann ee sech elo froen: Ass den Doud eng Strof? Wäert d’Entwécklung vun der Séil
éiweg weiderfueren? Bedeit den Doud d’Enn vum Liewen? Huet eis Séil am Doud méi Fräiheet wéi an dëser Welt?
Sollte mer den Doud fäerten?
Hei elo wat Bahâ’u’llâh seet: „Elo zu denger Fo iwwer d’Séil vum Mënsch an hiert Weiderliewen nom Doud. Du
solls wëssen dass d’Séil no hirer Trennung vum Kierper weider Fortschrëtter mécht, bis si d’Géigewaart vu Gott
erreecht. Dëst an engem Zoustand an enger Beschaffenheet, déi weder de Laf vun den Zäiten a Jorhonnerten nach
de Wiessel an de Wandel vun dëser Welt ännere kënnen. Sou laang wäert d’Séil bestoen, wéi d’Räich vu Gott, Seng
Allgewalt, Seng Herrschaft a Muecht bestoe wäerten. D ’Séil wäert d’Zeeche vu Gott a Seng Eegeschaften
offenbaren a Seng Gnod weisen. “
48 Liewen an Doud
48t Sendung, den 30ten an 3 lte Mäerz 2002. An de leschten zwou Emissiounen hu mer gesinn, wéi wichteg et ass
iwwer d’Liewen an den Doud nozedenken. Den Institut Pierre Becker organiséiert reegelméisseg Formatiounen,
wou dës an aner Themen an engem klenge Krees beschwat an diskutéiert ginn. D’Basis dofir sinn d’Bahâ’i
Schrëften. Hei an der Emissioun probéiere mer e puer Haaptgedanken erauszegräifen. Am Kapitel Liewen an Doud
geet et drëm ze verstoen, dass d’Liewen net wierklech am Alldag vun dëser Welt besteet, mee dass et villméi ëm
d’Entwécklung vun eiser Séil geet. Dat richtegt Liewen ass d’Liewe vun der Séil, e Liewen wat an dëser Welt net
laang dauert, am Verglach mat der Eiwegkeet. An dass d’Liewe vun der Séil an all deenen anere Welte vu Gott
éiweg weidergeet.
Bahâ’u’llâh seet: „A Wierklechkeet si mer vu Gott, an zu Him wäerte mer och zréckkéieren. ... D ’Geheimnisser vum
kierperlechem Doud vum Mënsch sinn eis net bekannt a bleiwe weiderhi verbuergen. Wéisste mir dës Geheimnisser,
da géife si sou eng Fuercht an Trauer erbäiruffen, dass muncher een zugronn géif goen, wärend anerer soufrou
wiren, dass si den Doud wënsche géifen. ... “
Weiderhi seet Bahâ’u’llâh dass den Doud all Gleewegen deen him Vertraue schenkt, de Becher offréiert, deen a
Wierklechkeet d’Liewen ass. Den Doud schenkt Freed a mécht eis frou. Den Doud gëtt eis eiwegt d’Liewen.
Wéi all déi aner grouss Reliounen, soen d’Bahâ’i Schrëften och, dass Gott de Mënsch erschaf huet, dass hien säi
Schëpfer erkenne soll an dass hie Gott begéine soll. Gott erkennen an him begéinen ass dat wierklecht Paradäis, den
Himmel.
Vergläiche mer d’Liewen nom Doud mam Liewe vum Embryo am Bauch vun der Mamm. Den Embryo, am Bauch
vun der Mamm kritt alles wat e fir säin nächst Liewe brauch. Aen, Oueren, Hänn a Féiss, all déi Saachen entwéckelt
hie fir säin neit Liewen. Wann d’Kand gebuer ass, kéint ee soen, et ass am Bauch vun der Mamm gestuerwen an an
eng nei Welt gebuer ginn. Elo besteet seng Aufgab doran, sech op dat nächst Liewe virzebereeden, also op
d’Liewen nom Leiwen hei op der Äerd. De Mënsch soll och dat entwéckele wat hien am nächste Liewe brauch. Hei
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 44 -
ass et wichteg fir sech Zäit ze huelen a sech ze froen: Wat brauch ech an der nächster Welt; ass et Léift,
Éierlechkeet, Baarmhäerzegkeet, Gerechtegkeet, Gedold? Sécher sinn dat jo och moralesch Wäerter an Dugenden,
déi eis hei ganz nëtzlech kënne sinn.
49 Weltgesondheetsdag
49t Sendung, de 6ten a 7ten Abrëll 2002. „Et ass är Flicht dass ee Begeeschterung a Freed an ärem Gesiicht gesäit.
Sech Gott zouzewende bréngt Heelungfir de Kierper, de Geescht an d’Séil. “ Dëse Samschdeg, 7ten Abrëll ass
Weltdag vun der Gesondheet an dat ënnert dem Motto: Non â l’exclusion, Oui aux soins. Mee spezifesch ass dëst
Joer de Weltgesondheetsdag der geeschteger Gesondheet gewidmet. D’Weltgesondheetsorganisatioun déi dësen
Dag all Joers ausrifft, ass eng vun de spezialiséierten Institutioune vun der UNO, de Vereente Natiounen. Et geet
drëm fir deen Eenzelne méi iwwer d’Problematik vun der geeschteger Gesondheet ze informéieren an ze
sensibiliséieren, fir domat d’Gesondheet an der Welt ze verbesseren.
Firwat elo hei op dëser Plaz iwwer dësen Dag geschwat gëtt ass einfach. Tëschent der internationaler Bahâ’igemeng
an der UNO besti ganz enk Rapporten an et gi vill Méiglechkeete fir zesummenzeschaffen. Sou sief nëmmen drop
higewisen, dass d’intemational Bahâ’igemeng e berodende Status beim Conseil économique et social vun der UNO
zënter 30 Joer huet, zënter 24 Joer bei der UNICEF an zënter 11 Joer bei der UNIFEM dem Fong vun der UNO fir
d’Condition féminine. Ausserdeem huet d’international Bahâ’igemeng enk Relatioune mat der
Weltgesondheetsorganisatioun, souwéi mam Programm vun der UNO fir d’Ëmwelt, dem Kommissariat fir
d’Mënscherechter, der UNESCO an dem Programm vun der UNO fir d’Entwécklung. De Motto vum
Weltgesondheetsdag 2001 ass: Non â l’exclusion - Oui aux soins. Leit mat enger geeschteger Behënnemng sollen
also net vun eiser Gesellschaft ausgeschloss sinn, a mir sollen eis richteg ëm si suergen. Ëm déi 400 Millioune Leit
an der Welt leiden ënner geeschteg an neurologesch Stéiemngen, oder psychosozial Problemer wéi zum Beispill
déi, déi un den Alkoholismus oder d’Süchtegkeet gebonne sinn. Op mannst all véierte Patient deen d’Servicer vun
der Santé benotzt, huet Stéierunge vun dëser Aart. Si gi ganz oft net richtig diagnostizéiert. An dat heescht dass si
net behandelt ginn. Dobäi hu mir Léisunge fir eng ganz Rëtsch vun deene Stéiemngen ze behandelen an domat de
Leit et ze erlaben, déi geeschteg Stéiemngen hunn, en normaalt Liewen an der Gemeng ze féieren.
Dëse bescheidene Beitrag zum Weltgesondheetsdag wäert vläicht een oder deen aneren zum Nodenke bréngen, wéi
e mat Leit ëmgeet, déi um Rand vun eiser Gesellschaft liewen.
Um Internetsite vun der Weltgesondheetsorganisatioun www.who.int fënnt ee méi Info zum Thema an och e puer
interessant Fotoen, déi jo oft méi wéi Wierder soe kënnen. Um Site fënnt een och d’Lëscht vun de Projeten déi et op
der Welt zum Thema ginn, leider näischt hei zu Lëtzebuerg.
50 Den Nationale Geeschtege Rot
50t Sendung, den 13ten a 14ten Abrëll 2002. Dacks gëtt op dëser Plaz vu Spiritualitéit an der Bahâ'i Relioun
geschwat. Haut kucke mer e bësse wéi d’Bahâ'i Relioun organiséiert ass. E wichtegen Aspekt dovun ass de
Nationale Geeschtege Rot. Et ass dat déi iewescht Kierperschaft vun der Reliounsgemeinschaft vun engem Land.
Den Nationale Rot dréit d’Verantwortung fir d’Bahâ'igemeng a vertrëtt se géintiwwer dem Staat, Organisatiounen
an aneren Institutiounen.
An all Land, wou et genuch lokal geeschteg Réit ginn, gëtt all Joer en Nationale Rot gewielt, dee genee sou wéi déi
lokal Réit aus 9 Leit besteet. All administratif Kierperschaft vum Bahâ'i Glawe benotzt Berodung, déi op engem
Konsensus berout, als e Mëttel fir Entscheedungen ze treffen.
Den Nationale Geeschtege Rot gëtt an der Ridvan Zäit gewielt, meeschtens de Weekend nom 21sten Abrëll. Et ass
eng indirekt Wal, dat heescht d’Bahâ'i wielen Delegéierte fir hire jeweiligen Walkrees, fir Lëtzebuerg sinn et der 19,
fir Däitschland zum Beispill 57. D’Wale si geheim a Werbung fir een oder deen aneren ass net erlaabt. Si wielen
dann wärend enger Nationaltagung déi 9 Membere vum Nationale Rot vun hirem Land. Obschonn nëmmen
d’Delegéiert den Nationale Rot wielen duerfen, kann all erwuessene Bahâ'i aus dem jeeweilege Land gewielt ginn.
Wärend der Nationaltagung gëtt net nëmme gewielt. Et gëtt och zesumme beroden a Virschléi an Empfehlungen aus
de Walkreeser ginn iwwerbruecht.
D’Haaptaufgab vum Nationale Rot besteet doranner, duerch vill perséinlech Berodung, déi vill Aktivitéite vun de
Frënn a vun de lokale geeschtege Réit unzeregen, ze vereenen an ze koordinéieren. All 5 Joer bedeelegt sech de
Nationale Geeschtege Rot un der Wal vum Universalen Haus vun der Gerechtegkeet, der héchster Kierperschaft an
der Bahâ'i Welt. Well den Nationale Rot ëmmer méi verschidden Aufgaben ënnerhellt, benennt hien eng Rei vun
Ausschëss a Kommissiounen, déi him bei der Duerchféierung vu sengen Aufgaben hëllefen. Sou zum Beispill den
Erzéiungscomité, den Ausschoss vum Bahâ'i Zenter, den Institut Pierre Becker oder den Internetcomité. De
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-45 -
Nationale Geeschtege Rot wielt all Joers e Virsetzenden, e stellvertriedende Virsetzenden, en Trésorier an e
Sekretär. Zu Lëtzebuerg huet den Nationale Geeschtege Rot säi Sëtz an der Allée Léopold Goebel, dem Nationale
Bahâ'i Zenter. Weltwäit ginn et haut National Geeschteg Réit an 187 Länner an Territorien. Bahâ'u'llâh seet, dass
egal a wéi engem Land Bahâ'i liewen, si sech der Regierung vum Land géintiwwer loyal an éierlech verhale sollen
an dass si hierem Land trei solle sinn.
51 Wann d’Mënschheet en Duerf vun honnert Leit wier
51t Sendung, den 20ten an 21ten Abrëll 2002. Wa mir d’ganz Mënscheet, also ronn 6 Milliarden, op en Duerf vun
100 Séile reduzéieren géifen, mee d’Proportioune bäibehalen, hätte mer en Duerf wat ongeféier esou
zesummegestallt wier.
An dem Weltduerf wiren 57 Asiaten, 21 Europäer, 14 Amerikaner an 8 Afrikaner. Mir hätten 52 Fraen an 48
Männer. 30 Wäisser a 70 Net-Wäisser.
Wéi wiren d’Reliounen an deem Weltduerf verspreet? Mir hätten 30 Chrëschten a 70 Leit mat aner Reliounen oder
kenger. Mir hätten 89 Heterosexueller an 11 Homosexueller am Duerf.
Wéi wier de Räichtum verdeelt? 6 vun deenen 100 Läit géife bal 60% vum ganze Welträichtum besëtzen a si
kéimen alle 6 aus den USA.
Wéi wiren d’Liewensbedengungen an deem Duerf? 80 vun hinnen géife schlecht wunnen. 70 vun hinne wären
Analphabeten. 50 wären ënnerernährt an hätten net genuch ze iessen. Eng Persoun géif stierwen an 2 Kanner
kéimen op d’Welt.
Eng Persoun am ganzen Duerf hätt e Computer. A nëmmen een hätt en akademeschen Ofschloss. Wann ee sech
d’Welt esou ukuckt, gëtt engem kloer wat mer alles brauchen, fir mateneen ze liewen: Zesummegehéieregkeet,
Verständnis, deen aneren kënnen akzeptéieren an eng Erzéiung déi sech um Déngscht vun der Mënschheet ausriicht.
Denkt doriwwer no: Wann et dir haut gesondheetlech gutt geet an du bass net krank, geet et dir besser wéi enger
Millioun Leit, déi déi nächst Woch net erliewe wäerten.
Wanns du nach ni e Kampf oder e Krich erlieft hues, ni gefaange wars, ni gequält gi bass oder hongreg wars, da
geet et dir besser wéi 500 Millioune Mënschen op der Welt.
Wanns du kanns bieden ouni Angscht ze hunn dass een dech verhaft oder dech embréngt, da geet et der besser wéi 3
Milliarde Leit op der Welt.
Wanns de am Frigo eppes ze iesse fënns, wanns de Kleeder hues, wanns de en Dach iwwer dem Kapp hues oder e
Bett fir ze schlofen, da bass de méi räich wéi zwee Drëttel vun der Mënschheet.
Wanns du e Konto op der Bank hues, e puer Su am Portemonni an bësse Mënz an der Täsch hues, gehéiers du zu
den 8%, déi am meeschte Räichtum op der Welt hunn.
Schaff, wéi wanns de d’Geld net bräichst. Sief esou frou, wéi wann nach ni een dech verletzt hätt. Danz esou, wéi
wa kee géif nokucken. Sang esou, wéi wa kee géif nolauschteren. A lief däi Liewen esou, wéi wann et d’Paradis op
der Äerd wär.
DTescht Woch war d’intemational Woch vun der Frëndschaft an e puer Frënn hu mir dëst a Form vun engem Email
geschéckt. Ech soe merci. Zu dësem Thema elo e puer Iwwerleeungen aus de Bahâ'i Schrëften.
„Deen allwëssenden Dokter leet säi Fanger op de Bolls vun der Mënschheet. Flien erkennt d’Krankhet a verschreift
a senger onfeelbarer Wäisheet dat richtegt Medikament. All Zäit huet hir eege Problemer an all Séil hir besonnesch
Sehnsucht. DMedikament wat d’Welt an hirem aktuellen Zoustand brauch, kann net datselwecht sinn, wat en anert
Zäitalter brauch. Beschäftegt iech am Fong mat de Besoie vun der Zäit an deer dir lieft a leet de Schwéierpunkt vun
ären Iwwerleeungen op hir Bedieirfnesser a Fuerderungen. “
Weider schreift Bahâ'u'llâh: „ Wat den Här als héchst Mëttel... fir d’Heelung vun der ganzer Welt verschriwwen
huet, ass d’Vereenegung vun all hire Völker an eng allëmfaassend Saach, engem gemeinsame Glawen. Dëst kann
nëmmen duerch d’Muecht vun engem befäegten an allgewaltegen ... Dokter erreecht ginn. A Wierklechket ass dat
d’Wourecht an alles anescht soss näischt wéi Iertum. “ 1
'Abdu'l-Bahâ seet dat hei: „ O du, deen s du nom Kinnekräich sichs! All gëttlech Manifestatioun ass d’Liewe vun der
Welt, den Dokter mat vill Erfahrung vu jidder Séil déi leid. D ’Mënschewelt ass krank, an den dichtegen Dokter
kennt d’Medikament. Hie kënnt mat Rotschléi, Léieren an Opriff- Medikamenterflr all Leed, heelende Balsam fir
all Wonn. Gewëss kann de weisen Dokter d’Néit vu senge Patienten zu all Joreszäit erkennen an d’Heelvefahren
1 Ährenlese
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 46 -
uwenden. Dofir setz d’Léiere vu Bahâ'u’llâh (...) a Bezéiung mat den drëngende Bedierfnesser vun haut. Du wärs
gesinn, si bidden d’Heelmëttel un wat direkt dem kranke Kierper vun der Mënschheet hëlleft. Si si wierklech dat
Elixir wat éiweg Gesondheet bréngt. “
SSL Ik Mfa, Viflieefei* tt» der Bahll Relioim. Ded 172
52t Sendung, de 27ten an 28ten Abrëll 2002. Thema vun haut ass de Bâb, Virleefer vun der Bahâ'i Relioun. Oder
firwat d’Bahâ'i soen dass hire Glawen 1844 ugefangen huet. Den Ufank vum 19te Jorhonnert war eng Period vu
messianeschen Erwaardungen a ville Länner. De wëssenschaftleche Fortschrëtt an d’Folgen dovun souwéi
d’Industrialisatioun huet ville Leit ganz vill ze schafe ginn an déi opriichteg Gleeweg vu ganz verschiddene
Reliounen hu sech op déi helleg Schrëfte vun hirem Glawe gestéipt fir ze versichen déi onwahrscheinlech Vitesse
vun all dëse Changementer kënnen ze verstoen.
An Europa an an Amerika, Gruppe wéi d’Membere vun der Gesellschaft vum Tempel oder d’Unhänger vum
William Miller hu gegleeft an de chrëschtleche Schrëfte Beweiser ze fannen dass d’Enn vun der Zäit komm wier an
hunn d’Operstehung vu Jesus Christus erwaart. Och am mëttleren Orient goufen et vill Erwaardungen, dass
d’Prophezeiunge vum Koran an den islameschen Traditiounen sech erfëlle géifen. Am Iran ass dee spektakulärste
vun dëse Beweegungen erfir komm. Am Mëttelpunkt dovu stoung d’Persoun an d’Léiere vun engem jonke
Geschäftsmann an Händler vu Shiraz, deen d’Geschicht ënnert dem Numm Bâb behalen huet. Vun 1844 bis 1863
ware Perser, déi aus alle soziale Klasse koumen, matgeholl op enger Well vun Hoffnung a Begeeschterung,
ervirgeruff duerch d’Verkënnegung vum Bâb, dass den Dag vu Gott komm ass an dass hie selwer deejéinege wier,
deen an den hellegen islamesche Schrëften ugekënnegt a versprach gouf. Hie sot dass d’Mënschheet am Ufank vun
engem neien Zäitalter stéing, an deem all Aspekter vum Liewen restrukturéiert géifen.
Op eng Manéier kann een d’Roll vum Bâb mat deer vum hellege Johannes den Täufer virum Komme vum
Chrëschtentum vergläichen. De Bâb war de Virleefer vu Bahâ'u'llâh. Seng Haaptaufgab war d’Virbereedung op säi
Kommen. Dofir ass d’Begrënnung vum Bâbi Glawen synonym mat der Begrënnung vum Bahâ'i Glawen; an 1863
ass d’Zil erreecht ginn. Bahâ'u'llâh huet proklaméiert dass hien deejéinege wier, deen de Bâb virausgesot hat.
D’Relioun déi de Bâb gegrënnt hat, war awer zugläich onofhängeg, mat hirer eegener Glawensgemeinschaft, mat
hiren hellegen Texter a si huet d’Geschicht mat hirem eegestännege Charakter geprägt. Gegrënnt gouf si den 23te
Mee 1844, wéi en Händler aus der Stad Shiraz, 25 Joer al, annoncéiert huet, dass hien dee wier, deen dem Islam no,
operstoe géif. Obscho säi Numm Syyid Ali-Muhammad war, huet hien de Numm Bâb ugeholl, wat op arabesch
„Dier“ bedeit. Säi Kommen, huet de Bâb erkläert, géif d’Dier repräsentéieren duerch déi geschwënn den universale
Gottesoffenbarer vu Gott komme géif, dee vu jidderengem erwaart gëtt.
D’Geschicht seet eis dass de Bâb en aussergewéinlecht Kand war. Den 20ten Oktober 1819 gebueren, hat hien eng
erstaunlech Finesse a Wäisheet, déi un d’Erzielungen iwwer de Jesus erënneren. Als Erwuessenen huet de Bâb,
zesummme mat sengem Monni am Familljebetrieb geschafft. Duerch seng Integritéit an Eierlechkeet war hie bei
deenen anere Geschäftsleit héich unerkannt. Duerch seng Generositéit den Aarme géintiwwer war hie genauso
bekannt.
Nodeem de Bâb seng Missioun bekannt gemaach hat, huet hie schnell Unhänger ugezunn an déi nei reliéis
Beweegung huet séch wéi Feier duerch ganz Iran verbreet. Dësen Erfolleg huet natierlech bei de reliéisen
Autoritéiten Feindséilegkeeten a Verfolgungen mat sech bruecht. Si hu gesinn dass elo hir Muecht an hire Prestige a
Gefor waren. Sou gouf de Bâb dann och méi wéi eng Kéier agespaart. Wat elo d’Haaptgedanke vun dëser neier
Relioun waren a wéi de Bâb higeriicht ginn ass, gesi mer an der nächster Sendung. 1 2
53t Sendung, de 4ten a 5te Mee 2002. De Bâb war de Virleefer vun der Bahâ'i Relioun. Hien huet an der Mëtt vum
19te Jorhonnert eng eegestänneg Relioun gegrënnt. Den 23te Mee 1844, huet hien mat grad eemol 25 Joer,
annoncéiert, dass hien dee wier, deen dem Islam no, operstoe géif. Seng Haaptaufgab war et, d’Leit drop
virzebereeden, dass geschwënn en neien universale Gottesoffenbarer komme géif, een deen en neit Zäitalter vu
Fridden a Gerechtegkeet brénge géif, een dee vun alle grousse Reliounen erwart gëtt. Bahâ'u'llâh.
D’Haaptwierk vum Bâb ass de Bayan, an deem hie verschidden islamesch Gesetzer geännert huet, an duerch neier
ersat huet. D’Buch insistéiert op moralesch Wäerter a virun allem op d’Rengheet vum Häerz an der Intentioun.
1 'Abdu'l-Bahâ , Briefe und Botschaften
2 Iwwersetzung aus der Zäitschrëft: Les Bahä'is, Säite 18 an 19
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 47 -
D’Stellung vun der Frau gëtt gehuewen an déi Aarm kréien nees eng Dignitéit; d’Erzéiung an déi nëtzlech
Wëssenschafte ginn encouragéiert a valoriséiert.
D’zentraalt Thema vum Bayan besteet doranner dass d’Komme vun engem zweete Gottesoffenbarer virun der Dier
steet, een dee vill méi grouss ass wéi de Bâb selwer an deem seng Missioun et wäert sinn en Zäitalter vu Fridden a
Wuelstand unzekënnegen, eppes wat scho sou laang vum Islam, dem Juddentum, dem Chrëschtentum an aner
Relioune versprach gouf.
D’Häerzer an d’Gedanke vun deenen déi deemools d’Noriicht vum Bâb héieren hunn, waren zou, an zwar duerch
eng Aart a Weis fir ze denken, déi sech zënter dem Mëttelalter wéineg geännert hat. Doduerch, dass de Bâb eng
ganz nei Relioun geschaf hat, konnt Hie sengen Unhänger hëllefen, sech ganz vun dem islamesche Kader ze léisen a
sech op d’Komme vu Bahâ'u'llâh virzebereeden.
Sou eng Noriicht, déi jo d’Visioun vun enger ganz neier Gesellschaft gëtt, huet déi reliéis a politesch Autoritéiten
fäerte gedoen an et huet net laang gedauert bis si d’Unhänger vum Bâb verfollegt hunn. Seng Géigner hunn hien als
Ketzer a geféierleche Rebell ugeklot. Si hu sech entschloss, hien ëmzebréngen.
De 9te Juli 1850 gouf dës Verurteelung am Haff vun der Kasär zu Tabriz ausgefouert. Ëm déi 10000 Leit hate sech
op den Diecher vun de Gebaier an den Haiser ronderëm den Haff zesummefonnt. De Bâb a säi jonken Unhänger
waren duerch zwee Stréck un d’Mauer festgebonn. E Regiment vun ongeféier 750 armeneschen Zaldoten, opgestallt
an dräi Reie vu je 250 Männer, hunn dräimol geschoss. Et ass gesot ginn dass den Damp vun de Gewierer sou dicht
war, dass den Himmel schwaarz an den Haff ganz däischter gouf.
Wéi d’Archiver vum engleschen Ausseministère et bestätegen, war de Bâb verschwonnen, wéi den Damp sech
geluecht hat. Säi Begleeder stoung do, ouni eng Schréips, vun de Kugele verschount. D’Stréck un déi déi zwee
gebonne waren, waren duerch an duerch futti.
Si hunn de Bâb a senger Prisongszell erëmfonnt, wou hien engem vu sengen Unhänger nach Uweisunge ginn huet.
Wéi d’Gichtercher hie fir d’Hirichtung siche koumen, sot hien hinnen, dass keng weltlech Muecht hien dovunner
ofhale kënnt dat fäerdeg ze man, wat en ugefangen hätt. Wéi d’Gichtercher du fir zweete Kéier koumen, sot hien
hinne ganz roueg: „Lo kënnt der är Aarbechtfäerdeg man
Also gouf de Bâb a säi jonke Gesell vir zweete Kéier virun den Hirichtungspeloton gefouert. Déi armenesch Zaldote
wollten awer net nach eng Kéier op de Bâb schéissen an esou kruten d’islamesch Zaldoten déi Aufgab. Dës Kéier
woren déi zwee Kierperen zesummegebrach a matenee vermëscht. Komescherweis waren hir Gesiichter awer
onberéiert an an der Rei.
Haut leien d’Reschter vum Bâb an engem wonnerschéine Mausoleum um Bierg Karmel an Israel. Et ass dëst eng
vun den hellegste Plaze vun all Bahâ'i. Ronderëm dem Bâb säi Mausoleum si Gäert ugeluecht, a Form vu 19
Terrassen, vum Fouss vum Bierg bis uewen hinn. Enn Mee, ginn dës Terrassen, offiziell mat enger grousser
Zeromonie offiziell ageweit. Bei der Geleegenheit si vun aus Land 19 Leit agelueden, un der Erëffnungsfeier
deelzehuelen, fir hiert d’Land ze vertrieden. Eist d’Ländchen ass natierlech och mat 19 Bahâ'is vertrueden. Mee
iwwer dës aussergewéinlech Feierlechkeeten an deenen nächsten Emissiounen. 1
54 D’Bahâ'i Kannerklassen op Besuch um Radio ARA
54t Sendung, den 1 lten an 12te Mee 2002. Dës Woch hu mer zwou vun de Bahâ'i Kannerklassen an eiser
Emissioun. Kannerklasse ginn et am Norden an am Zentrum vum Land. Jiddereen, deen eppes op moralesch
Erzeiung hält, ka seng Kanner an d’Bahâ'i Klasse schécken. Och wann de Studio am Radio net riseg grouss ass,
krute mer déi dose Kanner, déi des Woch dobäi waren, alleguer eragedréckt. Hei elo e puer vun den Texter, Zitater a
Gebieder, iwwer déi se wärend dem Joer an de Klasse geschwat hunn:
Eng vun den Haaptfuerderunge vu Bahâ'u'llâh ass eng grondleeënd geeschteg Erzéiung an allgemeng Schoulbildung
fir all Kanner vun der Welt, mam Zil, Virurteeler ofzebauen, selbststänneg no der Wourécht ze sichen a seng
Talenter fir de Fortschrëtt vun der Mënschheet anzesetzen. Fir dës Bestriewungen ze erliichteren, proposéieren
d’Bahâ'i ënner anerem d’Aféierung vun enger Welthëllefssprooch, déi an alle Schoule soll nieft der Mammesprooch
geléiert ginn.
Elo nach e puer Zitater aus de Bahâ'i Schrëften iwwer d’Kannerzéiung: „ Vun all de Kënschten a Wëssenschafte
loosst d ’Kanner déi studéieren, déi der Mënschheet e Virdeel bréngen an hire Fortschrëtt sécheren, .... “ 2
1 Iwwersetzung aus der Zäitschrëft: Les bahâ'is, Säite 18 an 19
2 Bahâ'i, wat se gleewen, S.19
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-48 -
„De Mënsch ass den héchsten Talisman. Manktum u richteger Erzéiung bréngt hien awer ëm dat, wat hie sengem
Wiese no besëtzt. ... Betruecht de Mënsch als e Biergwierk, räich un Eedelsteng vun onschätzbarem Wäert.
Nëmmen d’Erzéiung ka bewierken, dass et seng Schätz ervierbréngt an dass d’Mënschheet dorauser Notzen zéie
kann.“ 1
55 En Nomëtteg zu Haifa
55t Sendung, den 18ten an 19te Mee 2002. Haifa, Israel. Aarbechter erfëllen d’Visioun vu Bahâ'u'llâh, Begrënner
vun der Bahâ'i Relioun. Si sinn amgaang, Gras an Hecken um Bierg Karmel ze schneiden, niewent engem Schräin
mat enger goldener Kuppel - e Symbol vu Fridden a Rou an engem Land wou et schwéier ass sou eppes ze fannen.
An dem stëlle Raum vun dem friddleche Gebäi sëtzen e puer Gleeweger ze meditéieren, mat zouenen Aen, an
d’Richtung vun der Plaz wou ee vun hire Begrënner begruewe läit.
Dass déi 19 Terrassen a Form vu Gäert mat Eukalyptus an Olivebeem, Blummen a Sträicher elo fäerdeg sinn, bedeit
zugläich d’Realisatioun vun der Jorhonnerter aler Visioun vu Bahâ'u'llâh. Seng Unhänger, d’Bahâ'i, gleewen dass
hie geschéckt ginn ass fir d’Mënschheet an en Zäitalter vun universalem Fridden ze begleeden. Op enger Plaz wou
iwwer 450 Mënschen ëmbruecht gi sinn wärend, méintelaangen Ausemanersetzungen tëschent den Israelis a
Palestinenser, schéngt dës Hoffnung wäit ewech.
D’Iran Hessami, 50 Joer, eng Pilgerin aus Canada, souz am Schräin vum Bâb, um Bierg Karmel, deen iwwer dës
Hafestadt am Mëttelmierraum kuckt. „Ech hufir de Fridden op der Welt gebiet“ sot si. Niewendru waren aner
Pilger déi enger arabescher Koppel nogekuckt hunn, wéi si an de Gäert Hochzäitsfotoe gemaach hunn. „ Mee ech
bieden net nëmmen fir d’Bahâ'i, mee fir jiddereen op der Welt. Bahâ'igleewen un d’Eenheet an der Villfalt. “
Si gouf am Iran gebuer, mee ass no der islamescher Revolutioun fortgaang, well hir Kanner neméi an d’Schoul
konnte goen, well hir Mamm Bahâ'i war.
130 Joer virdra gouf de Virleefer vun der Bahâ'i Relioun, de Bâb, deen d’Komme vu Bahâ'u'llâh prophezeit huet,
am Iran erschoss, zesumme mat 20.000 vu sengen Unhänger, déi op déi verschiddenst a grausaamst Aart a Weisen
ëmbruecht gi sinn. Déi islamesch Priesterschaft hu sech bedru gefillt duerch d’Popularitéit vun dëser neier Relioun.
E puer Joer méi spéit, gouf Bahâ'u'llâh vum Iran op Akko, bei Haifa, wat deemools Palästina war, an den Exil
geschéckt. Do war hien ënner Hausarrest bis zu sengem Doud 1892. Wärend senger Gefaangeschaft, hu Bahâ'u'llâh
an de Bâb Gedichter geschriwwen, ethesch a sozial Léiere verfaasst souwéi iwwer mystesch Theme geschriwwen.
All déi Schrëften sinn haut d’Basis vun der Relioun.
Verspreet uechter d’Welt ginn et haut iwwer 5 Millioune Bahâ'i a bei eis am Ländchen ëm déi 400. Si léiere wéi
wichteg et ass all Virurteeler ofzeschafen, si erkennen d’Gläichheet vu Mann a Frau souwéi d’essentiel Eenheet an
Haaptheme vun alle Reliounen.
„D ’Âerd ass nëmmen ee Land an d’Mënschheet hir Bierger“ seet Bahâ'u'llâh. Fir d’Bahâ'i ass hien dee leschten an
enger Rei vu Propheten zu deem de Moses, de Buddha, de Jesus an de Mohamed ugehéieren.
Als eng reliéis Minoritéit am Iran ginn d’Bahâ'i vun der iranescher Verfaassung net unerkannt. Islamesch
Autoritéiten hunn an den 80er Joeren ëm déi 200 Bahâ'i ëmbruecht an Dausende sinn zënterhir aus dem Land
geflücht fir der Verfollegung ze entkommen. Virum sengem Doud zu Akko huet Bahâ'u'llâh op d’Plaz um Bierg
Karmel zu Haifa gewisen a sot dass dem Bâb seng Iwwerreschter do sollte begruewe ginn an dass e Schräin gebaut
sollt ginn.
D’Struktur gouf fir d’éischt 1909 gebaut, an zënterhir goufe vill Verbesserungen an Erweiderungen do ënnerholl.
D’Anne Wong, eng Porte-parole fir den Zënter sot dass et zéng Joer gedauert huet fir déi 19 prächteg ugeluechte
Gäert a Form vun Terrassen ze entwéckelen. Si hunn zéng Milliarden eiser Frang kascht. Domat ass dee Projet
fäerdeg an e Wonsch vu Bahâ'u'llâh geet an Erfëllung. D’nächst Woch ginn dës Gäert offiziell ageweit, mat iwwer
3000 Gleewegen aus der ganzer Welt.
„De reelle Message vun dësen Terrassen ass ee vun Erfolleg vun der Léift iwwer d’Gewalt,, sot de Generalsekretär
vun der intemationaler Bahâ'igemeng den Här Albert Lincoln. „ Wéi de Bâb am Iran 1850 higeriicht gouf krut hie
keen anstännegt Begriefnis. Säi Kierper gouf einfach ausserhalb der Stadgehäit. D Bahâ'i an der ganzer Welt hunn
dësen Haass mat Léift beäntwert. “
Den Här Lincoln sot dass hien hofft dass d’Besicher, virun allem Musulmaner a Judden am mëttleren Orient dës
Léift spiere wäerten a vläicht de Message vun de Bahâ'i ënnert d’Lupp huelen, déi jo soen, dass déi Gleeweg vun
1 Gleanings from the Writings of Bahâ’u’lläh, Sec. 122, pp. 259-60
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 49 -
alle Reliounen virun engem Gott d’selwecht sinn. D’Terrasse gi vun 2000 Luuchte beliicht, d’Gäert symboliséieren
de Bahâ'i Glawen, sot den Här Fariburz Sahba, een am Iran gebueren Architekt deen d’Gäert entworf huet.
„D ’Bedeitung vun dësem Design fënnt een am Undenken un dës däischter Nuechten am Prisong vum Bâb. Also hu
mir dëse Bierg einfach mat Luuchten iwwerfèllt“ , sot den Här Sahba. De Wand vum Mier huet de Bierg
eropgeblosen wéi d’Pilger d’Trapen duerch d’Mëtt vun de Gäert eropgaange sinn, an dat mam Geroch vu Blummen
a Kreider. „De Besicher spiert dass een duerch e geeschtege Gaart geet, net e schéine Gaart. sot den Architekt.
„Schéinheet kann ee kafen awer net Spiritualitéit!“
56 De Bierg Karmel
56t Sendung, den 25ten a 26te Mee 2002. D’Erëffnung vun hellegen Terrassen a Gäert am Hellege Land, Israel. Dës
Woch hunn sech iwwer 3000 Leit aus 170 Länner um Fouss vum Bierg Karmel zu Haifa an Israel zesummefonnt fir
bei der offizieller Eröffnung vun den Terrasse vun de Bahâ'i Gäert dabei ze sinn.
Bei dëser Feier war och eng lëtzebuergesch Bahâ'i Delegatioun dabei. Fir si geet mat der Fäerdegstellung vun dësen
Terrassen e jorhonnertlaangen Dram an Erfëllung. Den Dram e geeschtegen an administrativen Zenter ze schafen,
deen op eng passend Manéier hir Relioun representéiert.
Dës Terrassen sinn als dat aachtent Weltwonner virgeschloe ginn. Si erstrecken sech de Bierg Karmel erof zu enger
Rei vu Gebaier am klassesche Stil déi dat internationaalt administratiivt a geeschtegt Häerz vun der Bahâ'i
Weltcommunautéit ausmaachen. Duerch d’Ustrengunge vu Bahâ'i aus all Land, ass aus dësem historesche Bierg,
deen a ville Traditiounen helleg gehale gëtt, e Paradis vu Gäert, Terrassen, Sprangburen a fléissende Stréim
entstanen. Eng Metapher fir den Haaptgedanke vum Bahâ'i Glawen: d’Eenheet an der Verschiddenheet.
An engem schaarfe Kontrast zu den Onrouen an der Onsécherheet an der Regioun stinn déi Dausende vu
Repräsentante vu bal all ethnesch Grupp a Nationalitéit, déi heihinner koumen, fir dës helleg Plaz anzeweien. Wéi
de Serge Thill sot: „ D Bahâ'i hu voll Vertrauen an eng friddlech Zukunft vun der Mënschheet. D ’Kraaftfir ze
eenegen ass eng Kraaft déi d’Welt onbedéngt a verzweiwelt brauch. “
E fir déi lëtzebuerger Bahâ'i war d’Tatsaach dass si speziell invitéiert gi sinn, bei dësem Evenement matzeman.
DTëtzebuerger Delegatioun huet sech aus Leit aus all Regioun vum Land, Männer a Frae vun all Alter, dee jéngsten
huet der 18 an deen eeltsten der 82.
Fir vill vun de Leit war dëst déi éischter Kéier, dass si d’Méiglechkeet haten, d’Weltzentrum vun hirem Glawen ze
besichen. Natierlech war et eng grouss Freed fir Frënn ass aller Welt erëmzegesinn. Vill vun hinne koumen an hiren
traditionelle Kleeder, alt erëm e visuelt Beispill vu Weltbiergertum, eppes wourunn si gleewen.
D’Erëffnung vun dësen Terrassen um Bierg Karmel an d’Zesummekomme vun Dausende vu Bahâ'i, déi e
Querschnëtt vun deene verschiddene Vëlker op der Äerd representéieren, simboliséiert eng erstaunlech Geschicht,
wou keen dru gegleeft huet, dass se méiglech wier: eleng d’Existenz vun enger mënschlecher Gemeinschaft, déi
fäheg ass, Gruppen ze vereenen, déi virdrun duerch Relioun, Rass, sozial Klass oder Erzéiung getrennt waren; eng
Gemeinschaft wou d’Leit éischter matenee schaffen wéi dass se a Competitioun matenee sinn; wou Mann a Frau an
enger gläichberechtechter Partnerschaft fonktionéieren; wou d’Leaderen op der Basis vum Merit, also hirem
Verdéngscht, gewielt ginn a net duerch Machtkämpf a Walkampagne; wou Entscheedungen gemaach ginn an
duerchgefouert ginn, anzwar mat der voller Bedeelegung vun deenen déi dovu betraff sinn; all dat ass e Beweis
dofir dass Fridden a Gerechtegkeet net nëmme méiglech sinn, mee praktesch Realitéite sinn.
Nom Concert an der Aweiung, goufen et Optrëtt vu verschidden Artisten aus verschidde Länner, mat engem
Programm vu Gebiet a Meditatioun, an déi, déi un der Feier bedeelegt waren, si fir d’éischter Kéier d’Terrassen
eropgaangen. All dës Evenementer goufe live iwwer Satelit iwwerdroen.
An e bësse méi wéi 100 Joer ass de Bahâ'i Glawen aus enger klenger onbekannter Beweegung am Noen Osten zu
der zweetmeescht verdeelte Weltrelioun nom Chrëchstentum gewuess, mat iwwer fënnef Millioune Memberen an
235 Länner an ofhängege Gebidder. Si ëmfaasse Leit aus méi wéi 2100 ethneschen a rassesche Gruppen, a stellen
esou wahrschéinlech déi verschiddenaartegsten organiséierte Grupp vu Leit op der Welt duer. Hire Begrënner,
Bahâ'u'llâh, léiert eis dass et nëmmen ee Gott gëtt, nëmmen eng mënschlech Rass, an dass d’Relioune vun der Welt
verschidden Etappen an der Offenbarung vu Gottes Zweck fir d’Mënschheet duerstellen. Sou wéi Bahâ'u'llâh
schreift: „D’Âerd ass nëmmen ee Land an d’Mënschheet si seng Bierger. “ D’intemational Bahâ'icommunautéit ass
eng Organisatioun non-gouvernementale mat engem berodende Status bei de Vereenten Natiounen. Si schafft um
Buedem an de Beräicher vum Fridden, Mënscherechter, d’Virukomme vun der Fra, Erzéiung, Gesondheet an
nodréiglecher Entwécklung.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 50 -
57 Eng Woch am Himmel
57t Sendung, den lten an 2te Juni 2002. D’lescht Woch war et sou wäit. D’offiziell Erëffhung vun de Bahâ'i
Terrassen a Gäert um Bierg Karmel zu Haifa an Israel. Dësen Donneschdeg hat Zeit für Geist am Bahâ'i Zenter an
der Stad jiddereen agelueden zu engem Owend vu Biller a Musek, mat Ausschnëtter vun der Live-Iwwerdroung vun
der Erëffhung. Och dabei déi lëtzebuerger Frënn déi déi wonnerbar Geleeënheet hate bei dësem aussergewéinlechen
Evenement an der Geschicht dabei gewiescht ze sinn. Et waren dat d’Maryam Khabirpour, de Sam Nasseri,
d’Jeanne an de Claude Wiltgen, d’Mina Neshvad, de Serge Thill, d’Anissa Fallazadeh, d’Nassim Toloui, de Payam
Arzani, d’Margot Molitor, den Heng Ries, d’Solange Lamesch, d’Jackie Brasseur, d’Martine Castagnia-Schoos, de
Lex Schoos, de Metti Drozda, de Claude Levy an ech. D’Freed ass schonn am Fliger vun Zürich op Tel-A-Viv
ugaangen, wou mer festgestallt hunn, dass méi wéi d’halschent vun de Passagéier Bahâ'i waren, an dat
gréisstendeels aus den afrikanesche Länner. Am Bus fir an eisen Hotel waren aleng 20 Länner vertrueden. Déi 3000
Bahâ'i, déi sech d’lescht Woch zu Haifa begéint sinn, waren an den Hoteler an a ronderëm Haifa ënnerbruecht. An
eisem Hotel ware mer zu 128. D’Organisatioun wärend der ganzer Woch huet wonnerbar geklappt, dat mat iwwer
60 Busser, déi eis op déi jeeweileg Plaze gefouert hunn, sief dat an d’Konferenzzentrum, bei d’Gäert zu Haifa oder
zu Bahji bei Akko. Am Bus koum dann och déi richteg Stëmmung zustan, mat Musek a Lidder aus alle Länner, sou
zum Beispill Mongolia, Spuenien, an Ethiopien. Meng Zäit hunn ech haaptsächlech domat verbruecht, mat souvill
wéi méiglech Leit ze schwätzen, aus souvill wéi méigleche Länner. Et war einfach herrlech. All déi verschidde
Faarwen, traditionell Kostümer aus deene verschiddene Länner, aus Regionen déi ech nach ni héieren hat. Fir déi
allermeescht vun deenen déi koumen, war et déi éischte Kéier. Sou zum Beispill fir d’Madame Josias, Mamm, 45
Joer al, Verkeeferin um Floumart zu Cape Town a Südafrika. Si sot: „Ier ech Bahâ'i war, hunn ech ni geduecht,
dass ee jee eng Kéier an Israel komme géif. Mee elo spieren ech dass ech zu dem Prozess gehéieren wou Leit aus
aller Weltprobéieren, Bierger vun der ganzer Welt ze ginn, a sech als Geschwëster ze betruechten. “ A genee dat
hunn ech och empfonnt, wéi mer eis alleguer den éischten Dag am Kongresszentrum getraff hunn. Virun der Entrée
waren se, Bekannter a meeschtens nei Gesiichter, amgaange Fotoen ze man, sech an den Aarm ze huelen a frou ze
sinn. Wat e Gefill vun Eenheet an der Diversitéit. Dee gréisste Moudendefilee vun der Welt, ëmmerhi mat 3000
Leit. Leider hat ech net dru geduecht, fir mech als typesche Lëtzebuerger unzedoen. Wat dat wuel wier!
Wéi verschidden all déi Leit sinn, mierkt een eréischt wann een se gesäit. Delegéierter aus alle Berufsschischten,
sozialen an ekonomësche Klassen, verschidde Rassen a reliéies Vergaangenheeten. Sou zum Beispill e Banquier aus
New York, eng jonk Frau vun de Fulnio Leit am Nordoste vu Brasilein, e Journalist aus dem Nepal an en
Architekturstudent aus dem Belarus. „Mir weist et, wéi vill a ganz verschidde Leit, aus alle Regiounen an Eenheet
kënnen zesummekommen, fir ze hëllefen eppes ze schafen wat praktesch perfekt ass ", sot den Alexander Sawka, e
17Joer ale Student aus St. Johns, Antigua, West Indien. E Projet vu sou enger Gréisst fäerdeg ze kréien ass e
grousse Schrëtt viraus fir egal wéi eng Relioun.
Fir d’Madame Scales, eng pensiounéiert Schoulmeeschtesch aus Amerika ass dës Inauguratioun fir si en eemoolegt
Evenement. Si sot: “D ’Fäerdegstellung vun dëse Gäert ass ee Grond dass d’Mënschheet nees Hoffnung huet. Sou
vill Leit gesinn einfach keng Hoffnung méi an eiser haiteger Welt, awer dat hei weist eis dass mir alleguer kënnen
zesummekommen. “ Si gleeft dass d’Schéinheet vun de Gäert, eng haromonësch Mëschung vu spirituellen a
materielle Wäerter duerstellt. An d’Bahâ'i gleewen dass dat an der Welt néideg ass. Uechter d’Welt sinn d’Bahâ'i
opgefiierdert sech fir sozial an ekonomesch Entwécklungsprojetden anzesetzen, Saachen ze man, déi hirer Gemeng
hëllefen. Si bieden net nëmmen, mee si versichen dat materiellt mat deem Geeschtegen ze verbannen. De Bierg
Karmel ass wichteg an der krëschtlecher an an der jüdescher Geschicht an d’Hellegt Land ass wichteg fir vill
Reliounen an der Welt. Am „ Vater unser“ heescht et: Dein Reich komme, Dein Wille geschehe. Fir mech ass dat
d’Erfëllung vun deem Gebiet, well mir Bahâ'i gleewen dass mir mathëllefen d’Kinnekräich Gottes hei op der Äerd
ze bauen.
Souwäit e puer vun den Andrék vun dësen aussergewéinlechen Deeg um Bierg Karmel zu Haifa an Israel. An eiser
nächster Emissioun méi iwwer de Programm vun dësen onvergiesslëchen Deeg.
58 Aussergewéinlech Deeg um Bierg Karmel zu Haifa an Israel
58t Sendung, den 8ten an 9te Juni 2002. Dës Woch sinn zu Haifa d’Gäert an d’Terrassen um Bierg Karmel fir
d’Touristen fir d’éischt opgaangen. Dat heescht all déi 19 Terrassen, vum Fouss vum Bierg bis ganz uewen, an dat
mat Hëllef vun engem speziellem Reservatiounssystem iwwer Computer. D’Entrée an d’Visite guidée si gratis.
Dëst no der offizieller Eröffnung bei der iwwer 3000 Bahâ'is aus aller Welt souwéi e puer honnert Eieregäscht wéi
zum Beispill Staatsministeren, Richteren, Ambassadeuren a Membere vum israelesche Knesset. Si konnten owes,
um Fouss vum Bierg e wonnerbare musekalesche Programm materliewen. Extra fir deen Zweck gouf eng Tribün fir
4000 Leit opgeriicht, dobaussen, ënnert engem bloen Himmel. Fir ganz Israel war dëst Evenement dat gréisst dëst
Joer an all Hotelzëmmer zu Haifa an an der Emgéigend war voll mat Bahâ'i aus der ganzer Welt. Iwwer 5 Millioune
Bahâ ’iEmissiounen um Radio ARA 2000-2007
-51 -
Bahâ'i aus der ganzer Welt, aus all Natioun a Géigend hu vill sacrifiéiert an haart geschafft an dat an engem Geescht
vu Léift an Eenheet. Zéng Joer huet et gedauert bis de Projet fäerdeg war. D’Ceremonie huet aus zwee
Orchesterstëcker bestanen, déi extra fir des Geleeënheet komponéiert goufen. Zum Schluss vun der zweeter
Kompositioun a just wéi et däischter gouf, sinn d’Luuchte vun deene 19 nei errichten Terrassen ugaangen, bal e
Kilometer laang, déi nördlech Säit vum Bierg Karmel. Si hunn esou op eng spektakulär Aart a Weis de Bierg
erliicht.
„Fir d’Bahâ'i déi hei waren, war et e ganz speziell, eng Eröffnungszeremoniefir déi helleg Gäert an déi nei
administratif Gebeier. Domat ass de Weltzentrum fäerdeg, eppes fir dat mir joerelaang geschafft hunn “, sot den
Douglas Samimi-Moore, Direkter vum Bureau d’information publique vun der intemationaler Bahâ'igemeng.
„Dëst stellt op eng Manéier d’Maturitéit vun der Bahâ'iweltcommunautéit duer, déi sech elo ronderëm d’Welt
sichtbar mécht, mam Zil, eng Hëllef unzebidden fir dat soziaalt a geeschtegt Liewe vun der Mënschheet nei ze
gestalten an ze revitaliséieren ", sot den Här Samimi-Moore.
„Haut kommémoréiere mer eng helleg Geschicht vu Léift déi senges Gläiche sicht, vun aussergewéinlechem
Sacrifice an enger gëttlecher Visioun “, sot de Matthew Weinberg, Direkter vun der Recherche fir de Bureau
d ’information publique vun der intemationaler Bahâ'igemeng, a senger Ried vimn der Eröffnung.
„ Wa mer hei stinn, erstaunt vun der Herrlechkeet vun de Strukturen an der Tapisserie vu Schéinheet, déi elo
d’Gesiicht vun deem hellege Bierg vu Gott ausmécht, a wa mer iwwer déi mysteriéis Weëer nodenken, déi fir dës
remarkabel Transformatioun verantwortlech sinn, kléngen d’Wierder vu Jesaiah vun alle Säiten: „...Carmel a
Sharon, wäerten d’Majestéit vum Herrgott gesinn. ... “ sot den Här Weinberg.
Déi zwee orchestral Wierker, extra komponéiert fir dës Aweiung si ganz déif mat dësem Thema verbonnen. Dat
éischt Stéck am Programm heescht „ O Kinnigin vu Karmel“ eng Cantata an dräi Mouvementer, geschriwwe vum
Tolib Shahidi, e Komponist aus dem Tajikistan. Dat zweet Stéck heescht « Terrasse vu Liicht», vum Lasse
Thoresen. Hien ass ee vun de bekannteste klassesche Komponisten an Norwegen.
Fir d’Eröffnung hunn ënnert fräiem Himmel den Haifa Symphonie Orchester gespillt, ënnert der Direktioun vum
Stanley Sperber, mat Hëllef vun dräi kanadesche Solisten, Mezzosoprano Patricia Green, Tenor Stuart Howe a
Bariton Brett Polegato. Matgewierkt hunn déi éisträischesch Geiesoliste Bijan Khadem-Missagh, säi Jong Vahid a
seng Duechter Martha an den Transylvanesche philharmonesche Staatschouer vu Cluj a Rumänien.
De musekaleschen Héichpunkt war just nom Sonnenënnergank a wéi d’Musek hire Crescendo erreecht hat. Déi 19
Terrassen sinn eng no der anerer ugaangen op eng brilliant Aart a Weis, eppes u wat déi, déi dabei waren, sech e
Liewe laang wäerten dmn erënneren.
„Et war immens“ sot d’Nancy Oloro, eng Delegéiert vu Zambia. „ Ech hu mech wéi an enger anerer Welt gespiert.
An de Bahâ'i Schrëfte liese mer, dass d’Musek eiser Séil Fligel gëtt. An dat hunn ech gespuert. “
Wéi den Architekt den Här Sabha sot, goufen dës Gäert vimn allem fir d’Bahâ'i Pilger geschaf. Wann si d’Terrassen
erop bei de Schräin vum Bâb ginn, kënne si sech vun der Welt ronderëm si lassléisen a sech op d’Bezéiung mat
hirem Créateur konzentréieren.
„Dëst aussergewéinlecht Konschtwierk dat mir hei um Bierg gesinn ass e visuellen Ausdrock vun enger
Inspiratioun déi vun Deem kënnt, deen eis erschaf 'huet“, sot den Albert Lincoln, Generalsekretär vun der
intemationaler Bahâ'igemeng. „Et ass dee selwëschte Geescht vu Glaawen, deen déi grouss Kathedralen an Europa
gebaut huet, déi grouss Moscheeën, Klouschteren a reliéis Monumenter aus dem Osten. “
„Mir denken, dass d’Welt déi grouss Vitalitéit vun dëser Kraaft erkenne sollt. Si soll versichen e puer vun de
negative Stereotypen ewechzeleeën, déi an eiser moderner Zäit d ’Relioun charakteriséiert “, sot den Här Lincoln.
„An anere Wierder, gesi mir dës Terrassen an dëst Evenement als eng Méiglechkeet déi positiv Kraaft vum Glawen
an Aktioun ze erliewen. “
59 D’Unity Foundation
59t Sendung, de 15ten a 16te Juni 2002. Leschte Sonndeg hat ech d’Geleeënheet un enger aussergewéinlecher
audiovisueller Presentatioun mam Dr Tahmasebian am Bahâ'i Zenter deelzehuelen. Den Dr Tahmasehian ass
Responsabel fir zwee Entwécklungsprojeten op den Mentawi a Sumatrainselen an Indonesien, déi hei zu Lëtzebuerg
duerch d’Unity Foundation ënnerstëtzt ginn a mat dem Ministère des Affaires Etrangères vu Lëtzebuerg
matfmanzéiert ginn. Ier den Dr Tahmasebian eis e Video vun den Inselen a vun der Entwécklung vun den zwee
Projete gewisen huet, war et um Fernand Schaber vun der Unity Foundation fir dës Netregierungsorganisatioun
kuerz virzestellen.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 52 -
D’Unity Foundation gëtt et elo schonn zéng Joer hei zu Lëtzebuerg. Den Haaptpartner mat deene si schaffen, ass de
Ministère des Affaires Etrangères, d’Europäesch Communautéit, de Cercel vun den Ongen an zënter kuerzem och
Diddeleng hëlleft. Zur Zäit ass d’Unity Foundation an dräi Länner weltwäit aktiv. An Indonesien, Kolumbien an a
Brasilien.
Hir Missioun besteet aus véier Haaptpunkten: éischtens eng Kultur vun Eenheet a Fridde ze schafen, zweetens
allgemeng Erzéiung weiderzebréngen, drëttens allgemeng Hygiène a Gesondheet ze verbesseren, a véiertens
d’Stellung vun der Fra ze hiewen. Ausserdeem ass et wichteg dass de Projet laangfristig ass, also dass de Prinzip
vun der Nohaltegkeet erfëllt gëtt.
Natierlech ass et ganz wichteg fmanziell Ënnerstëtzung ze kréien. Vertrauen an de Wäert vun engem Projet kritt een
am beschten duerch gutt Informatioun, wou a wéi d’Gelder benotzt ginn. Déi Leit, déi der Unity Foundation hir
Projeten finanziell ënnerstëtzen si frou ze wëssen dass all Projet co-fmanzéiert gëtt duerch den Ausseministère an
oder vun der europäescher Kommunautéit. Fir all Euro vun engem private Spender leet de Stat der zwee dabäi. A
wann et ee vun de gezielten Entwécklungslänner vu Lëtzebuerg ass, wéi zum Beispill Burkina Faso, da leet de Stat
souguer dräi Euro dabäi. En plus kann een déi fmanziell Ënnerstëtzung, déi een der Unity Foundation gëtt, vun de
Steieren ofhalen.
De Charles Goerens, Minister vun der Coopération et de l’Action Humanitaire, beschreift an engem Rapport virun
der Chamber den 23te Mäerz 2000 déi offiziell Kooperation tëschent dem Stat an den Ongen.
Indonesien ass dat véiert gréisste Land vun der Welt, mat 221 Milliounen Awunner, e Land wat sech aus 13000
Inselen zesummesetzt, déi am ganzen 5400 km laang sinn. Mir konzentréieren eis op West Sumatra, a spezifisch
d’Mentawi Inselen. An de Bahâ'i Schrëfte fanne mer, dass all Kand d’Potential huet fir d’Liicht vun der Welt ze
sinn an zugläich och d’Donkelheet vun der Welt. No der Aféierung iwwer d’Unity Foundation vum Här Femand
Schaber koum dann d’Presentatioun iwwer d’Projeten mam Dr. Tahmasebian. Fir d’éischt eemol säi grousse Merci
fir d’Regierung an all déi, déi de Projet ënnerstëtzt hunn a weider ënnerstëtzen. Ouni si, wier dëse Projet sécher net
méiglech gewiescht. Mir liewen an enger Zäit wou Gerechtegkeet méi wéi jee néideg ass an den Dr. Tahmasebian
hofft dass säi perséinleche Video vun de schlëmmen Zoustänn op den Inselen en Androck doriwwer ginn, wéi
wichteg Erzéiung am allgemengen ass a méi spezifesch eng moralesch Erzéiung.
De Film weist wéi d’Schëff vun Taban, am indeschen Ozean op d’Mentawi Insele fiert, eng Rees vun ëmmerhin
zwielef Stonnen. Ongeféier 100 000 Leit wunnen op der Insel. An dräi Deeg huet den Dr. Tahmasebian mat Hëllef
vu senger Fra an engem Duerf 150 Leit ënnersicht a medezinesch versuegt. Déi nootst medezinesch Hëllef ass siwe
Stonnen ewech.
Wann d’Elteren an den Djungel ginn, fir no Iessen ze sichen, loossen si d’Kanner oft véier bis fënnef Deeg aleng an
den Haiser. En Haus ass hei net méi wéi e bëssen Holz mat Stréi. Obschonn d’Regierung Schoule gebaut huet,
bleiwen d’ Schoulmeeschtere net. An engem Fall sot de Responsable vum Duerf dass si an engem Joer just eng
Woch Schoul haten.
Offiziell gëtt de Projet vun der indonesecher Regierung als ErzéiungsProjet unerkannt. Déngscht un der Mënschheet
ass d’Haaptuleies vum Projet a vu Unity Fondation.
An engem vun deenen zwee Projete sinn am Moment zum Beispill 6 muslemesch, 8 chrëschtlech a 6 Bahâ'i Kanner
ageschriwwen. Si léiere fir d’éischt dass all d’Leit vun der Welt hir Inspiratioun vun engem an deem selwechte Gott
kréien an dass elo d‘Zäit komm ass, fir all Relioun ze respektéieren. Fir d’moralesch Erzéiung huele si Texter aus
den islamesche, chrëschtlechen a Bahâ'i Schrëften. Si léiere Propretéit, Mathematik, Liesen a Verständnis a wéi een
eppes analiséiere kann. Wëssen aleng geet net duer, praktescht Wëssen geet och net duer. Wat feelt dann?
D’moralescht Wëssen. Dëst gëtt besonnesch bei der Ausbildung vu Schoulmeeschtere betount. Éierlechkeet a
Gerechtegkeet. Eng Erzéiungsmethode bei der Ausbildung, déi gutt Resultater bréngt ass déi vum Theater a
Rollespill:
Véier verschidde Famillje ginn duergestallt; déi éischt Famill ass aarm an huet keng moralesch Erzéiung; déi zweet
Famill ass ganz aarm, huet awer héich moralesch Wäerter. Si si frou, éierlech, schaffen haart, spueren a bieden
zesummen; déi drëtt Famill huet vill Suen, ass awer korrupt, si drénken a schwätze schlecht iwwer aner Leit an déi
lescht Famill an dësem Theaterstéck ass ganz räich, huet awer och héich moralesch Wäerter.
Nodeeem eng Famill virgestallt ginn ass, schwätzen d’Schüler a klenge Gruppen iwwer dat wat se gesinn hunn a
versichen Äntwerten op folgend Froen ze fannen: Wat hues de gesinn? Firwat ass dat geschitt? Wat war d’Resultat,
den Effekt? Wa sou eppes änleches an hirer Famill geschéie géif, wat géife se da maachen.
Am Projet fänkt den Daag normalerweis mat Gebieder a Meditatioun un, fënnef Minute fir all Religioun. Ganz
wichteg ass et, dass d’Kanner am Projet sech u gutt Gewunnechten an Dugende gewinnen. Eng Manéier fir dat
praktesch ze léiere besteet doran dass si sech all Dag kënnen e Blad mat enger gudder Dugend huelen a versichen
wärend dem Dag virun allem dës Dugend ze praktizéieren.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-53 -
Ze hoffen ass natierlech dass den Erzéiungsbudget an Indonesien méi grouss gëtt, fir sou ville Kanner wéi méiglech
iwwerhaapt eng allgemeng Erzéiung unzebidden. Déi regional Autoritéiten si jiddefalls begeeschtert vum Projet a
maachen hiert Bescht fir de Projet weiderhinn ze ënnerstëtzen. De Projet ass en Zenter fir kreatiivt Léieren. Wann
dir d’Unity Foundation ënnerstëtze wëllt, oder wann dir méi Info iwwer hir Projete kréie wëllt, telefonéiert hinnen
um 442220.
60 D’Summerfest beim Bahâ'f Haus vun der Andacht zu Frankfurt am Taunus
60t Sendung, den 22ten an 23te Juni 2002. Leschte Weekend war et nees souwäit. Zäit fir al Frënn a Bekannter aus
ganz Europa erëmzegesinn. Fir gutt Stëmmung an Iesse war gesuergt; an dat zu Langenhain, eng 15km vu Frankfürt
ewech, op enger Héicht vun der een eng gutt Vue op dës Milliounestad huet. Iwwer 1500 Bahâ'i an hir Frënn hu
sech e Sonndeg beim Haus vun der Andacht getraff, fir zesummen ze iessen, Spaass ze hunn, sech kennenzeléieren,
un der Andacht deelzehuelen a nei Bicher an Cden an der Bahâ'i Librairie ze kafen. Vu Lëtzebuerg hu sécher iwwer
zwanzeg Leit fonnt, dass et derwäert wier, zwou Stonnen am Auto ze verbréngen, fir kënnen e flotten Dag ze hunn.
Fir d’éischt e bëssen Info iwwer d’Haus vun der Andacht an d’Emgéigend. D’Haus vun der Andacht an d’Gäert
ronderëm hunn eng Fläch vu bal 30000m2 a leie just baussend dem Duerf, beim Bësch a mat engem Stéck fräier
Vue op Frankfürt. Feierlech ageweit gouf d’Haus vun der Andacht viru bal 40 Joer. „Dëst Gebei ass dem
Eenheetsgedanke geweit, deen d 'Basis vum Bahâ ’i Glawen ass : d ’Eenheet vu Gott, d ’Eenheet vu sengen
Offenbarer an d ’Eenheet vun der Mënschheet. “
Dem Haus vun der Andacht seng Diere stinn op fir d’Mënsche vun alle Glawensrichtungen, all Rassen all Vollek an
all sozial Klass. An dëse Mauere wäert een net nëmmen d’Gebieder an d’helleg Schrëfte vun eisem eegene Glawen
héieren, mee déi vun all de grousse Weltreliounen. Mir gleewen, dass dës helleg Schrëften déi éiweg Wourechte
sinn, déi Gott zu verschiddenen Zäite fir d’Féierung an d’Erléisung vun der ganzer Mënschheet geoffenbaart huet.
D’Bahâ'i hoffen, dass jidderee sech fräi fille wäert, an dësen Tempel ze kommen, hei ze bieden a mat eis an den
Andachten den Herrgott luewen, Deen dee mer all gär hunn, deem mer eis all zouwenden a vun Deem mer an dëser
onroueger a voll mat Suerge beluedener Welt Gnod a Seegen erhoffen.
An der Bahâ'i Relioun ginn et keng Paschtéier. Am Haus vun der Andacht steet just dat offenbaart Wuert vu Gott
vun de verschiddene Reliounen, onverfälscht an onverschleiert am Mëttelpunkt; fir de Mënsch den Ausgankspunkt
fir seng eege Sich no Wourecht an Erkenntnis.
Haut ass d’Haus vun der Andacht e Symbol fir déi grondleeënd Wourecht vum Bahâ'i Glawen, dass nämlech déi
reliéis Wourecht net absolutt, mee relatif ass an dass déi gëttlech Offenbarung net ofgeschloss ass mee
fortschreitend.
Elo e bëssen iwwer den Entworf. No engem Concours, bei deem 19 Architekte hir Iddien agereecht haten, huet ee
sech 1956 fir de jonke Frankfürter Architekt Teuto Rocholl entscheed. D’Haaptfuerderunge ware scho festgeluecht,
an dat vum Jong vum Begrënner, 'Abdu'l-Bahâ. Sou muss d’Haus vun der Andacht zum Beispill néng Säiten an
Dieren hunn, Seilen, Gäert, Weeër, Galerien an eng Kuppel. Den Entworf an d’Ausféierung sollen herrlech sinn.
D’Awunner vun der klenger Uertschaft Langenhain hu sech scho längst dru gewinnt dass all Dag Visiteuren aus
aller Welt, Spadséierfrënn, Schoulklassen, Reesbusser a Virwëtzeger bei d’Haus vun der Andacht kommen. Déi
meescht wëllen sech hei entweder iwwer d’Bahâ'i Relioun informéieren, d’Rou an d’Stëll vum Haus genéissen, sech
bei engem Gebiet geeschteg nei optanken oder einfach nëmmen an de schéine Gäert spadséiere goen.
D’Haus vun der Andacht huet eng wäiss Fassad, et ass 28m héich. Et besteet aus 27 Betonsrëpper déi no uewe ginn
an dertëschent si 570 rauteförmeg Glasfënsteren, déi dem Haus den eemolege Look ginn. Am Sous-sol fënnt een
eng nei interessant Multimediashow mat enger Ausstellung iwwer déi zentral Themen am Bahâ'i Glawen. Donieft
huet all Gaascht d’Méiglechkeet, nieft dem Haus vun der Andacht, am Besicherzentrum eppes ze drénken a ka sech
méi iwwer d’Bahâ'i Relioun informéieren.
Dat drëtt Gebai um Terrain ass d’Zentrum vum Nationale Rot, mat engem Konferenzsall, Büroen an dem Bahâ'i
Verlag. D’ganzt Joer ass ronderëm d’Haus vun der Andacht vill lass. Ausser dem grousse Summerfest mat iwwer
3000 Leit gëtt et zënter 7 Joer och schonn e Forum fir en openen Dialog, eng Plaz fir aktuell an zäitlos Sujeten. Sou
zum Beispill Konferenzen aus alle Liewensberäicher, Podiumsdiskussiounen, Konzerten a kënschtlerech
Contributiounen. Oder awer international Konferenzen, Verdéiwungscoursen a Course fir déi helleg Schrëfte besser
ze verstoen, Hochzäiten, Fester an Ausstellungen. D’Akustik am Haus vun der Andacht ass fir vill intemational
Choralen eng Herausfiierdemng a fir den Nolauschterer ass de Klang wéi eng Leeder déi direkt an den Himmel
geet. All Sonndeg ginn am Haus vun der Andacht an enger interreliéiser Andacht Texter aus den hellege Schrëfte
vun alle Relioune gelies. Wann der wëllt, zielen ech iech d’nächst Woch e bësse méi iwwer d’Summerfest an
d’Ausstellung am Haus vun der Andacht.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 54 -
61 D’Bahâ'i Haus vun der Andacht zu Frankfurt an hir Ausstellung
61t Sendung, den 29ten an 30te Juni 2002. D’Bahâ'i Haus vun der Andacht bei Frankfürt ass viru bal 40 Joer
ageweit ginn, an dat am Numm vun der Eenheet vun de Reliounen an der Eenheet vun de Mënschen. D’Architektur
ass ganz eegenarteg. D’Kuppel huet d’Form vun enger Elips. Am einfachste kann ee sech e Bild maachen um
Intemet, an dat op der däitscher Bahâ'i Säit, www.bahai.de . Den Architekt Teuto Rocholl krut an der Fachwelt vill
Luef fir säin Entworf a vimn 10 Joer gouf d’Haus vun der Andacht vum Land Hessen zum hessesche
Kulturdenkmal erkläert. Weltwäit ginn et Haiser vun der Andacht zu Wilmette bei Illinois an de Vereenegte Staaten,
zu Kampala an Uganda, zu Sydney an Australien, a Samoa am pazifischen Ozean an a Panama a Südamerika.
D’Haus vun der Andacht zu NeiDelhi an Indien, wat 1986 ageweit gouf, krut vill Auszeechnunge wéinst senger
avantgardistescher Architektur an ass haut eng vun deene meeschte besichte Plazen a ganz Indien.
D’Haiser vun der Andacht sinn op fir jiddereen. Zu Frankfiirt all Dag vu néng bis sechs. Sonndes ass eng Andacht
vun dräi bis halwer véier. Wann der an der Géigend sidd, kënnt der iech eng Stonn Zäit huelen vir et ze besichen.
Méi Info wéi gesot um Internet ënnert www.bahai.de . Interessant ass och d’Ausstellung iwwer de Bahâ'i Glawen
am Sous-sol vum Haus vun der Andacht. Hei elo e klengen Iwwerbléck. An der Entrée kann een dat hei liesen:
D’Ausstellung soll dem Besicher en Abléck an d’Wierder vu Bahâ'u'llâh ginn. An der Geschicht vun der
Mënschheet waren et nach ëmmer d’Reliounen, vun där déi onverzichtbar geeschteg a sozial Impulser ausgoungen.
Dat jëngste Glidd an dëser Ketten ass d’Bahâ'i Relioun. Si gouf vimn iwwer 140 Joer vu Bahâ'u'llâh gegrënnt.
Bahâ'u'llâh erkennt d’Reliounen vimn him un, déi ënnert verschidden Nimm, d’Stëmm vum Herrgott fir hir Zäit
waren. Hir Léieren enthalen niewent neien Impulser eng Onmass vun éiwegen, geeschtege Wourechten, déi an
ofgewandelter Form an all Relioun erëmkommen. D’Bahâ'i Relioun erweidert de Räichtum vun de Reliounen vimn
hir mat neie Léieren. Hiert Zil ass déi geeschteg Emeiemng an eng ëmfaassend Vereenegung vun der ganzer
Mënschheet. Dësen Text kann de Besicher am Ufank vun der Ausstellung liesen. Dann huet een d’Méiglechkeet
sech mat e puer Haaptgedanken am Bahâ'i Glawen ze befaassen, déi op verschidde Panneaue stinn, op
duerchsiichtegem Glas, virun engem Hannergrond vun abstrakt gemoolten Tableauen. Kucke mer eis elo mol eng
vun den d’Haaptiddien un. Do fanne mer de Mënsch selwer, als e Biergwierk, eng Minn, räich un Eedelsteng von
onschätzbarem Wäert. Nëmmen d’Erzéiung bréngt et fäerdeg dës Eedelsteng an Diamanten am Mënsch ze fannen
an ze entdecken, sou dass och d’ganz Mënschheet domat eppes kann ufänken. Weider liese mer dass de Mënsch den
héchsten Talismann ass. Mee e Manktum un Erzéiung hëlt him awer dat ewech, wat hien eigentlech sengem Wiese
no besëtzt.
Mir fannen och hei, beim Thema vum Mënsch a sengem Wäert, d’Bestätegung, dass deen, deen eis erschaf huet,
sech als Zil gesat huet, de Mënsch op eng héich Stuf ze setzen, eedel mat engem immense Potential. An das Hien
eis dofir déi néideg Informatiounen ubitt, d’Rezept fir eng Liewensweis, déi eisem Wiesen no am idealsten ass. Dës
Informatiounen sinn näischt anescht wéi déi helleg Schrëfte vun all de grousse Reliounen.
A schonn ass eis Zäit nees erëm. Duefir proposéieren ech, dass mer déi aner Haaptgedanke vun dëser Ausstellung
an der nächster Emissioun virstellen. Bis dohi wënschen ech iech e schéine Weekend an eng gutt Woch.
62 D’Ausstellung am Bahä'I Haus vun der Andacht zu Frankfurt
62t Sendung, de 6ten a 7te Juli 2002. De Prinzip vun der Eenheet an der Villfalt fannen ech ganz oft erëm, wann ech
mer ukucken, wéi Bahâ'i sech a verschiddene Länner no baussen hi weisen. Sief dat an deem een einfach zum
Beispill kuckt wéi a verschidde Länner, d’Bahâ'i um Internet hir Relioun duerstellen oder eben an Ausstellungen,
wéi zum Beispill déi am Haus vun der Andacht bei Frankfürt. Wat dem Besicher direkt opfällt sinn d’Haaptiddien,
déi hei méi no beliicht ginn. Kucke mer eis dës elo un. Si sinn op däitsch an ech hu probéiert sou gutt et geet hire
Sënn op Lëtzebuergesch erëmzeginn.
„Die Sprache der Taten “, d’Sprooch vun den Aktiounen, vun deem wat ee mécht. Do liest een: „Looss all Moie
besser si wéi den Owend virdrun an all neien Dag méi räich wéi dee vu gëschter. Dem Mënsch seng Qualitéit läit
am Déngscht an an der Dugend, net am Prunk vun engem gudde Liewen a Räichtum.
Verschwennt de Räichtum vun ärem sou wäertvolle Liewen net domat, äre verdieften Neigungen nozegoen, a
verbréngt net all är Zäit domat, ären eegenen Interessen nozegoen. Sidd generéis wann et iech gutt geet a gedëlleg
an äre schwéiere Stonnen. Strieft mat ganzer Séil duerno, iech duerch dat auszezeechnen wat der mat. Wierder
aleng ginn haut neméi duer “.
Dass dat wat ee seet a wéi een et seet awer wichteg ass, fënnt een an e puer Texter; dass ee bestëmmtent Wuert ka
mat Feier verglach ginn an en anert mat Liicht an dass et ganz kloer ass wéi en Afloss déi zwee ausüben. Dowéinst
sollt ee Wierder benotzen, douce wéi Mëllech.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 55 -
En aneren ausgewielten Text gëtt engem Rotschléi wéi ee sollt sinn. Sou zum Beispill:
„Am Gléck gëff mat an am Ongléck sief dankbar. Strief derno, dass däin Noper der vertraue kann a kuck e mat
hellen afrëndlechen Aaen. ... Hal däi Verspriechen helleg. Sief gerecht an dengem Uerteel apass op wats de sees.
Sief mat kengem Mënsch ongerecht a weis jidderengem deng „Sanftmut“. Sief wéi eng Luuchtfir déi, déi am
Däischtere ginn, eng Freedfir déi Bedréckten, e Mierfir den Duuschtregen, ...eng Stäip an e Verteidegerfir d’Affer
vun der Ënnerdréckung. Sief en Doheem fir de Friemen, eng Salef fir deen dee leit a fir de Flüchtling e staarken
Tuerm. Sief e Liicht vu Féierungfir deen, dee sech verlaaf huet, ... e stralend Liicht um Firmament vun dengen
Zäitgenossen, eng Fruucht um Bam vun der Demut. ”
En aneren Haaptgedanken, deen en an der Ausstellung erëmfënnt ass dee vun der Sich no der Wourecht. Wat soen
eis d’Bahâ'i Schrëften dozou?
„D Donkelheet vum Iertum gëtt verdriwwen, de Niwel vum Zweiwel a vun den Ângschten zerstreet an d’Liichter
vun der Erkenntnis an der Gewëssheet wäerten dem Mënsch säi Wiesen ëmginn, wann d’Luucht vum Sichen, vum
eeschte Striewen, vum déiwe Verlaangen, vun der gliddeger Léift, vun der Begeeschterung an der Verzückung am
Häerz vun deem dee sicht, ausgeléist ass an den Hauch vu Gottes Gnod iwwer seng Séil bléist. “
Alles dat Texter, oft geblummellegt, well et muss ee jo bedenken, dass dee Stil deemools an der Kultur wou
Bahâ'u'llâh gelieft huet, üblech war, mee awer vläicht ongewinnt bei eis ass.
63 Dem Bahâ'u'llâh Seng Visoun vun eiser Zukunft - Eng nei Weltuerdnung, Deel 1/3
63t Sendung, den 13ten a 14te Juli 2002. D’Bahâ'i denken dass all déi spektakulär Changementer an
d’Bouleversementer, déi mir wärend dem leschte Jorhonnert erliewe konnten, an déi nach ëmmer weiderfueren, e
ganz bestëmmten Ursprong hunn. De Grond ass Bahâ'u'llâh, dee jéngste Gottesoffenbarer, an dass all dës
Changementer an der Welt vun dëser neier Revelatioun beaflosst sinn.
D’Expressioun Eng nei Weltuerdnung ass virun e puer Joer nees am alldeegleche Sproochgebrauch opgetaucht.
1988 huet de sovietesche Präsident, de Michael Gorbatchev an de Vereenten Natiounen gesot, wéi néideg et wier en
universelle Konsensus ze sichen, vu dass d’Mënschheet op eng nei Weltuerdnung histeiert. 1990 huet den
amerikanesche Präsident George Bush dës Expressioun nees opgegraff fir deen neie Grad vu Kooperatioun vun der
Nokrichszäit, dem kale Krich ze beschreiwen. Virun allem huet hien op d’Aktioun vun de Vereenten Natioune géint
d’Agressioun am persesche Golf higewisen.
Zënterhir, ass dësen Ausdrock vun den Universitären, de Journalisten an de Weltleadere gebraucht ginn. Déi nei
Weltuerdnung ass en Diskussiounsthema iwwer déi bescht méiglechst Organisatioun vun der nächster Etapp am
sozialen a politesche Liewe vun eisem Planéit.
Trotz all den Diskussiounen gëtt et nach keng richteg Definitioun fir dës nei Weltuerdnung. Et huet een éischter eng
Ahnung, eng vague Virstellung vum Inhalt. Fir d’Bahâ'i huet d’Expressioun Eng nei Weltuerdnung eng ganz
besonnesch a präzis Bedeitung. Bahâ'u'llâh huet dësen Ausdrock viru méi wéi honnert Joer benotzt, an dat fir eng
Rei vu wichtege Changementer am politeschen, sozialen a reliéise Liewen op der Welt ze defméieren. Hien huet
deemools scho geschwriwwen „D’Zeeche vun den Emwälzungen an dem imminente Chaos kann een haut scho
gesinn, vu dass déi haiteg Lag deermoosse schwaach ze si schéngt“. Den Dag kënnt ëmmer méi no, wou déi aktuell
Uerdnung emgehäit gëtt an duerch eng nei Uerdnung ersat gëtt“. D’Bahâ'i denken dass déi fantastesch Ännerungen
a Bouleversementer vum leschte Jorhonnert - an déi, déi mer nach hautdesdags erëmfannen - duerch d’Komme vun
engem neie Gottesoffenbarer provozéiert goufen, an erliicht duerch d’Luucht vun enger neier Revelatioun. Dëst
schéngt guemet sou wäit gegraff, wann een dm gleeft, dass Gott existéiert a wa säi Vertrieder vimn engem
Jorhonnert op d’Äerd koum; dass engem dann d’Konsequenzen dovunner opfale missten.
Dofir bedeit fir d’Bahâ'i d’Konzept vun enger neier Weltuerdnung e bësse méi wéi eng einfach politisch
Reorganisatioun, eng visionär Proklamatioun vun e puer Weltleaderen oder eng rational Konstmktioun vun e puer
Universitären. Et geet éischter ëm en erstaunleche Svstem deen d’Uwendung vun de Léieren an de Prinzipie vu
Bahâ'u'llâh duerstellt. Zu dëser neier Weltuerdnung, genee sou wéi zum Bahâ'i Glawen, gehéieren all mënschlech
Aktivitéiten, vum sozialen a politesche Beräich bis zu den alldeeglechen Relatiounen an eisem perséinleche,
kulturellen, geeschtegen, ekonomeschen a soziale Liewen. Eng äusserlech an ënnerlech Ëmännemng also. Méi
iwwer d’Visoun vun dëser neier Weltuerdnung an eiser nächster Emissioun.
64 Dem Bahâ'u'llâh Seng Visoun vun eiser Zukunft - Eng nei Weltuerdnung, Deel 2/3
64t Sendung, den 20ten an 21te Juli 2002. Dass fir d’Bahâ'i d’Realisatioun vun enger neier Weltuerdnung
d’Haaptuleies vun hirem Begrënner Bahâ'u'llâh ass, hu mer an eiser leschter Emissioun gesinn. Zu dëser neier
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 56 -
Weltuerdnung, genee sou wéi zum Bahâ'i Glawen, gehéieren all mënschlech Aktivitéiten, vum sozialen a politesche
Beräich bis zu den alldeegleche Relatiounen an eisem perséinleche, kulturellem, geeschtegen, ekonomeschen a
soziale Liewen. Dës grandios Visioun ass dat wou d’Bahâ'i dru schaffen. Si ass am Wesentlechen, d’Erfëllung vun
der Visioun vu Jesaia an der Bibel, d’Zäit wou d’Natiounen hir Schwäerter géint Pléi, an hir Lanze géint
Gaardeschéieren ëmtausche wäerten. D’Zäit wou si neméi léieren, Krich ze féieren. Et ass am Sënn vum Gebiet vun
de Chrëschten, déi zënter Jorhonnerten de „Vater Unser“ bieden, an deem jo op d’Komme vum Räich Gottes
higewise gëtt. „Dein Wille geschehe wie im Himmel so auf Erden
An eiser haiteger Zäit kann een den Ufank vun dëser Transition an de Changementer a Bouleversementer gesinn,
déi des Nei Weltuerdnung annoncéieren; das dës Uerdnung erauskënnt, gesäit een op zech Plazen: de jorhonnerten
ale Kampf fir d’Gläichberechtigung vu Mann a Frau, d’Verstäerkung vun der ekonomescher Gerechtegkeet an
d’Ofschafüng vun den ongeheieren Differenze vu Räichtum a sozialer Klass.
Bahâ'u'llâh huet all dës Tendenze virausgesinn. His sot dass d’Mënschheet relatif schnell eng Emännerung
matmache géif an huet en Ensemble vu Prinzipien a Reglementer verkënnegt, fir de soziale Progrès an dësem neien
Zäitalter ze fërderen.
Haut entwéckelen en ganz Parti vu Visionären änlech Prinzipien an Iddien. Déi sozial Léiere vu Bahâ'u'llâh sinn
haut a ville Fäll d’selwecht wéi déi modem Definitioun vun enger progressiver Gesellschaft.
An dach geet d’Verkënnegung vun enger neier sozialer Ideologie aleng net duer fir d’Welt ze veränneren an eng nei
Weltuerdnung ze schaffen; et gesäit een dat jo mam Zesummefale vum Kommunismus.
Déi nei Weltuerdnung kann nëmmen um déiwe Verständnis vun der geeschteger Wierklechkeet vun der Mënschheet
gebaut ginn, eng Realitéit déi d’Wiese selwer vun eiser Natur ass.
An der geeschteger Welt fanne mer den Ursprong vun de mënschleche Qualitéiten; si sinn d’Ursaach vun Eenheet
an Harmonie. Et sinn déi mënschlech Qualitéiten, déi eis eis intuitif Fäegkeete ginn, eis Verständnis ginn, eis et
erlaben Kooperatiounsprojeten duerchzeféieren. Zu dëse Qualitéite gehéieren d’Léift, de Courage, d’Intuitioun,
d’Bescheidenheet an d’Fäegkeet sech kënne fir eng gutt Saach opzeafferen. An hirem Wiese sinn dës Qualitéite
geeschteger Natur a sinn d’Basis, wann och onsichtbar, vun eiser mënschlecher Gesellschaft.
Et ass vläicht méi einfach d’Interaktioun tëschent de geeschtege Qualitéiten an der sozialer Entwécklung ze
verstoen an deem mer eis dmn erënneren, wéi fréier déi grouss reliéis Meeschteren d’Mënschheet an der
Vergaangenheet geféiert hunn. De Moral Code vun den zéng Geboten, deen een haut bal an all reliéiser Traditioun
erëmfënnt, dingt als Beispill fir déi reliéis Léieren an an engems als moralesch Orientatioun an als Aluedung sech
geeschteg ze entwéckelen. Déi zéng Geboter hu sech am mënschlesche Gewësse niddergelooss an hunn iwwerall
d’Kulture restmkturéiert. Souguer fir een deen net gleeft, besteet keen Zweiwel um Wäert vun dëse Léieren. De
leschten Deel vun der Visioun vun dëser neier Weltuerdnung an eiser nächster Emissioun.
65 Dem Bahâ'u'llâh Seng Visoun vun eiser Zukunft - Eng nei Weltuerdnung, Deel 3/3
65t Sendung, de 27ten an 28te Juli 2002. Mir hunn an eise leschten Emissioune gesinn, wat Bahâ'u'llâh, Begrënner
vun der Bahâ'i Relioun, virun iwwer 150 Joer, ënnert enger neier Weltuerdnung versteet.
Dass dës nei Weltuerdnung nëmme ka mam déiwe Verständnis vun der geeschteger Wierklechkeet vun der
Mënschheet gebaut ginn; eng Realitéit déi d’Wiese selwer vun eiser Natur ass.
Fréier hunn déi geeschteg Léieren, wéi zum Beispill déi zéng Geboter, sech haaptsächlech op deen Eenzelnen a
seng Aktioune bezunn, oder op den Zesummenhalt vu relativ klenge Gruppe vu Leit. Sou war d’Moral och virun
allem op d’Verhale vum Eenzelnen geriicht; du solls net klauen; du solls net léien; du solls däin Noper gär hunn.
Haut versti mer, dass d’Spiritualitéit net nëmmen deen Eenzelnen an eng Gmpp vu Leit ëmfaasse soll, mee och de
kollektive Fortschrëtt vun der Mënschheet an hirem Ganzen. Doduerch dass d’Mënschheet haut erwuesse ginn ass,
ass et och iwwerhaapt eréischt méiglech dass déi mystesch Prophezéiunge vun engem Zäitalter vu Fridden a
Gerechtegkeet ausgefouert kënne ginn.
De wesentleche Message vu Bahâ'u'llâh ass en Appell un d’Eenheet dee sech un d’ganz Welt riicht: Dass är Visioun
d’ganz Welt ëmfaasst. Ee Jorhonnert no sengem Doud, gëtt dësem Appell nogelauschtert, an dat an enger
Kommunautéit, déi de Mikrokosmos vun der mënschlecher Rass repräsentéiert an déi iwwerall an der Welt
établéiert ass.
D’Existenz vun der Bahâ'ikommunautéit ass e Beweis dofir, dass d’Mënschheet, an all hirer Diversitéit, léiere kann,
zesummen ze liewen an ze schaffen, als ee Vollek an enger Weltheemecht. D’Bahâ'igemeinschaft füerdert eis och
op, eeschthaft d’Offenbarunge vu Bahâ'u'llâh, dëser aussergewéinlecher Gestalt ze fuerschen. Well et ass duerch
Bahâ'u'llâh, dass d’Bahâ'ikommunautéit besteet a weider bestoe wäert.
Bahâ ’i Emissiounen utn Radio ARA 2000-2007
- 57 -
Wéi Bahâ'u'llâh et viru méi wéi honnert Joer virausgesot huet, muss déi Nei Weltuerdnung sech op eng Rei
Elementer baséieren, fir dass en dauerhafte Fridden etabléiert ka ginn: Et sinn dat: sécher Grenzen déi vun alle
Natiounen unerkannt ginn; jidderee soll d’Fräiheet hunn iwwerall kënnen hinzegoen and dat ze denken wat e wëllt;
eng allgemeng Ofrüstung; d’Opstellung vun enger Weltfederatioun vun all de Natiounen; d’Opstellung vun engem
Weltgeriicht, dat als Aufgab huet, international Konflikter ze regléieren; d’Schafung vun enger militärescher Kraaft,
déi fäeg ass, Fridden ze schafen, and dat duerch d’Uwendung vu Prinzipie vu kollektiver Sécherheet; en
Engagement fir d’Protektioun vun der kultureller Diversitéit.
Et sief nach drop higewisen dass d’intemational Bahâ'icommunautéit scho laang d’Vereenten Natiounen ënnerstëtzt,
eng Institutioun déi vu ville Bahâ'i als de Virleefer vun der Neier Weltuerdnung ugesi gëtt, eng Weltuerdnung déi
vu Bahâ'u'llâh verkënnegt gouf.
66 D’VerfolIegung vun de Bahâ't am Iran
66t Sendung, den 3ten a 4ten August 2002. D’Bahâ'i hale fest un enger bestëmmter Visioun vun der Welt, a stinn zu
hiren Iwwerzeegungen. Zënter 1979, huet déi iranesch Regierung systematesch déi 350.000 Membere vun der
Bahâ'icommunautéit verfollegt. Si sinn am Iran déi gréisst reliéis Minoritéit. Iwwer 200 Bahâ'i sinn higeriicht ginn,
oder goufen ëmbruecht. E puer honnert aner goufen agespaart. Zechdausend hu neméi dierfe schaffen a krute keng
Pensioun méi. Si hu neméi dierfen an d’Schoule goen. All national administratif Bahâ'i Strukture goufe vun der
Regierung verbueden. Hier helleg Plazen, Griewer a Kiefeschter goufe konfiskéiert, geschännt oder zerstéiert.
D’Bahâ'i aus dem Iran goufen net nëmmen duerch reliésen Haass ënnerdréckt. Déi islamesch Fundamentalisten am
Iran an annerwäerts betmechten d’Bahâ'i scho laang als eng Gefor fir den Islam a ginn als Ketzer betmecht. Déi
progressistesch Stellungnahme vun dësem Glawen an de Beräicher vun de Rechter vun der Frau, vun der
onofhängeger Sich no der Wourecht a vun der Erzéiung hunn de muslemesche Clergé ganz besonnesch verbattert.
Sou hunn zum Beispill am Juni 1983 d’iranesch Autoritéiten zéng jonk Fraen a Meedercher festgeholl an dat ënnert
dem Prétexte dass si jonke Kanner, wat an de westleche Länner, de Bahâ'i Katechismus genannt ka ginn,
ënnerrichte géifen.
Dës Fraen goufe kierperlech a moralesch gefoltert fir dass si hire Glawen ofsoe sollten, eng Méiglechkeet, déi de
Bahâ'i Prisonéier ëmmer ugebuede gëtt. Wéi déi meeschte Bahâ'i déi am Iran festgeholl goufen, hu sich sech deem
widersat a si goufen higeriicht.
Protester koumen aus der ganzer Welt an hu sech géint déi Verfollegungen ausgesprach. Dausende vun Zeitungen
hunn Artikelen iwwer d’Situatioun vun de Bahâ'i am Iran verëffentlecht. Bedeitend intemational Organisatiounen,
notamment d’Europäescht Parlament an den amerikanesche Kongress hu Resolutiounen gestëmmt fir den Iran ze
condamnéieren oder fir hir Onrou auszedrécken wat d’Bahâ'i am Iran ubelaangt. D’Kommissioun vun de
Mënscherechter vun de Vereenten Natiounen an d’Generalversammlung, stëmmen all Joer Resolutiounen, déi sech
spezifesch der Situatioun vun de Bahâ'i zouwenden an hunn Drock op d’iranesch Regiemng ausgeübt fir dass si déi
intemational Verträg, wat d’Mënscherechter ubelaangt, respektéieren.
Dorops hinn huet déi iranesch Regierung ugefaang, manner Bahâ'i hinzeriichten, a manner Bahâ'i a Prisongen
festzehalen, dat am Ufank vun de 90jer Joeren. Obschonn op mannst ee Bahâ'i, e 50 Joer ale Geschäftsmann 1992
higeriicht gouf an dass och zënterhir eng Rei Doudesurteeler géint Bahâ'i gesprach goufen. Doriwwer hinaus, hunn
d’Bahâ'l am Iran nach ëmmer kee Recht hir Relioun fräi ze praktizéieren. Déi international Kommunautéit setzt
sech weider fir hir Gläichberechtigung an.
D’Statistike weisen dass d’Zuel vun de Bahâ'i déi am Iran all Joers ëmbmecht ginn, beträchtlech erofgaang ass, an
dat nodeems d’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen 1985 ugefaangen hat, sech mat deem Thema an
enger Rei vu Resolutiounen damat ze beschäftegen.
67 De Bahâ’I Glawen an hire groussen Zich an unhand vun e puer Zuelen
67t Sendung, den lOten an 1 lten August 2002. Haut offréieren ech iech e puer Zuelen iwwer de Bahâ'i Glawen an
hir Haaptiddien. De Bahâ'i Glawen ass eng vun de Reliounen, déi sech am schnellste verbreeden. D’Bahâ'i hunn
haut Gemeinschaften an 235 onofhängege Länner an ofhängegen Territorie weltwäit. Déi eenzeg onofhängeg
Relioun déi geographesch méi vebreet ass, ass d’Chrëchstentum an 254 Länner. Dës Informatioun fënnt een am
Supplement vun 1992 aus der Encyclopédie Britannica. Dës Informatioun koum fir d’éischt vun der Chrëschtlecher
Welt Encyclopédie, déi déi éischt vollstänneg Etude vu 500 Spezialisten, Demographen a Statistiker iwwer
Weltreliounen zesummefaasst. Déi geographesch Verdeelung vun de Reliounen 1992 war also d’Chrëschtentum
mat 254 Länner, de Bahâ'i Glawen mat 205, den Islam mat 172, d’Juddentum mat 125, den Hinduismus mat 88 an
de Buddhismus mat 86 Länner. Dass de Bahâ'i Glawen sech sou schnell verbreet huet ass schonn erstaunlech, wann
Bahâ Y Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 58 -
ee bedenkt, dass et de Bahâ'i Glawen just iwwer 150 Joer gëtt an dass de Begrënner, Bahâ'u'llâh, bis 1892 gelieft
huet. Déi 6 Millioune Bahâ'i sinn zesummegesat aus allen Nationalitéiten a soziale Klassen. Si kommen aus ganz
ënnerschiddleche reliéisen an ethneschen Urspréng.
Begrënner vum Bahâ'i Glawen ass Bahâ'u'llâh, e Perser, dee vun 1817 bis 1892 gelieft huet. 40 Joer huet hien
entweder am Prisong oder am Exil verbruecht. Fir d’Bahâ'i ass hien dee leschte Gottesoffenbarer an enger Rei vum
Abraham bis zu Mohammed, iwwer Krishna, Moses, Buddha, Zoroaster a Jesus Christus.
D’Eenheet vun der Mënschheet ass d’Zentraaltthema vu sengem Message. Aus der Eenheet vu Gott ergëtt sech
d’Eeenheet vun de Reliounen op der Welt, den éiwege Glawen u Gott. Der Mënschheet gëtt eng Zukunft vu Fridde
versprach, wou d’Diversitéit, kultivéiert a valoriséiert, zur Harmonie an Eenheet bäidréit, a net zu Konflikt a Krich
féiert.
D’Bahâ'i beméie sech eng Gesellschaft mat enger Rei vu Prinzipien ze schafen: d’Eenheet vun der Mënschheet,
d’Gläichheet vun de Rechter vu Mann a Frau, d’Ofschafung vu Rassentrennung, d’Opstellung vun ekonomescher
Gerechtegkeet, d’Schafung vun enger Erzéiung fir jiddereen, den Zesummenhang tëschent der Wëssenschaft an der
Relioun, d’Adoptioun vun enger Welthëllefssprooch an d’Schafung vun enger Konfederatioun vun Natiounen déi et
fäerdeg bréngen, de Fridden oprecht ze erhalen an deem si de Prinzip vun der kollektiver Sécherheet adoptéieren.
Wärend deene leschte Joeren hu verschidde Bahâ'icommunautéite weltwäit iwwer 1500 Projeten lancéiert, déi mat
Erzéiung, Ëmwelt, a sozialer an ekonomescher Entwécklung ze dinn hunn, an dat vun einfache Schoulen um Niveau
vun Dierfer bis zu Studienzentre flr d’Ëmwelt.
Ouni Priesteramt oder Geeschtlechkeet, geréiert d’Bahâ'icommunautéit hir Affären dank engem weltwäiten
Administratiounssystem. Dëst System repräsentéiert e Reseau vu lokalen a nationale Strukturen, déi demokratesch a
méi wéi 13000 Uertschaften an 235 Länner gewielt ginn. An zum Schluss nach e puer Zuelen, déi sech op Statistike
vum leschte Joer bezéien: 13232 ass d’Zuel vun de lokale Réit, weltwäit. 131933 ass d’Zuel vun de Lokalitéiten an
der Welt wou Bahâ'i wunnen. 2112 ass d’Zuel vun de Stämm, Rassen an ethnesche Gmppen, wou d’Memberen an
der weltwäiter Bahâ'icommunautéit vertmede sinn. 802 ass d’Zuel vun de Sproochen an deenen d’Schrëfte vu
Bahâ'u'llâh iwwersat sinn. 31 ass d’Zuel vun de Verlagshäiser, weltwäit. 7 ass d’Zuel vun de Bahâ'i
Radiostatiounen. 1500 ass d’Zuel vu Projeten déi sech fir sozial Gerechtegkeet asetzen, sou zum Beispill
ekonomesch a sozial Entwécklung, Erzéiungsprogrammer an Ëmweltschutz.
68 Léift
68t Sendung, de 17ten an 18ten August 2002. Léift ass e Wuert wat een oft an de Bahâ'i Schrëften erëmfënnt. Net
nëmmen an de Bahâ'i Schrëften. Léift ass eng vun den Dugenden, déi sou noutwendeg an der Erzéiung ass. Dofir
hunn ech mer fir dës Sendung e Buch matbäigeholl an deem et ëm praktesch Kannererzéiung geet. Et baséiert op
deenen Dugenden, déi ee bei sech fërdere soll. Anzwar fir all Woch eng Dugend.
Léift ass sech ëm ee suergen, no bei engem wëllen ze sinn, a wëlle matginn. Léift ass d’Kraaft vun der Unzéiung. Et
ass en extrat Gefill wat eist Häerz fëllt. Leit gären hunn heescht si mat extra Suerg behandlen well si souvill fir eis
bedeiten. Et kann ee Léift an engem Laache weisen, d’Manéier wéi ee schwätzt, wéi een eppes mécht a wat ee
mécht, oder einfach een an den Aarm huelen.
Léift heescht och sech an en aneren erafillen a sech Suerge maache wat si fillen. Léift heescht deen aneren
akzeptéieren wéi en ass. Et kann ee léif mat frieme Leit sinn, an deem een einfach ëm si besuergt ass an hinne léif
Gedanke schéckt.
Léift heescht mat anere Leit esou ëmgoen, wéi ee gär selwer hätt, dass si mat eis ëmginn, mat Suerg a Respekt.
All Dugend gëtt kuerz duerch en Zitat an e klengen Text virgestallt. Hei e puer Stéchprouwen aus dem Buch: Wat
ass Léift? Dat hu mer elo just gesinn. Firwat aner Leit gär hunn? Ouni Léift géife mer eis aleng flllen. Léift ass
ustiechent. Wann ech Gott gären hunn, kann ech och seng Léift flr mech spieren.
Wéi kann ech aner Leit gär hunn? Wourunner gesinn ech dass ech an der Dugend Fortschrëtter maachen a wéi géif
Léift ausgesinn wann, a da kommen eng Rei Situatiounen aus dem Alldag, wéi zum Beispill wéi géif Léift
ausgesinn wann s de wëlls eppes fir däi Papp maachen well e krank ass oder du hues ee gär an du wëlls him et
weisen.
The Family Virtues Guide, op eng einfach Aart a Weis dat Bescht aus eise Kanner bréngen, vum Linda Kavelin
Popov. Méi Info iwwer d’Buch entweder bei eis oder um Intemet ënnert www.penguin.com .
Fir ofzeschléissen e kuerzen Text op franséisch aus de Bahâ'i Schrëften zum Thema Léift: « Sois assuré que l'amour
est le secret de la sainte loi de Dieu, la manifestation du Miséricordieux, lafontaine d'oü s'écoule l'eau spirituelle.
L'amour est la douce lumière céleste, le soufße éternel de l’Esprit saint qui vivifie l’âme humaine. L’amour est la
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 59 -
cause de la révélation de Dieu aux hommes et, selon la création divine, le lien vital inhérent ä la réalité des choses.
L'amour est la voie unique qui assure une félicité véritable dans ce monde et dans l'autre. L'amour est la lumière
qui guide dans l'obscurité, le trait d'union vivant qui unit l'homme â Dieu et qui assure le progrès de toute âme
éclairée. L’amour est la loi laplus grande qui gouverne ce cvclepuissant et divin, lepouvoir unique qui lie
ensemble les divers éléments de ce monde matériel, la force magnétique suprëme qui règle les mouvements des
sphères de l'espace céleste. Par sa puissance infaillible et illimitée, l'amour révèle les mvstères latents dans
l'univers.L'amour est l'esprit de vie qui orne le corps de l'humanité, le fondateur de la vraie civilisation dans ce
monde mortel et leflot de gloire impérissable qui se répand sur toute race et nation animées de sentiments élevés». 1
69 Existéiert den Däiwel, gëtt et Geeschter a Spiritismus?
69t Sendung, de 24ten a 25ten August 2002. D’Bahâ'i Schrëfte léieren eis, dass et dat Béist als eegestänneg Kraaft
net gëtt, grad esou wéi d’Keelt an d’Däischtert keng eegen Energië sinn, mee den Ausdrock vum Feele vu Wäermt a
Liicht. Vu dass nëmmen déi positiv, entwéckelt Eegenschaften a Fäegkete wierklech existéieren, kënne mer aus
dësem Liewen och nëmme si mathuelen, an duerfir ginn et an deene geeschtege Welte keng béis Energien oder béis
Geeschter.
Dat wat aner Reliounen dat Béist, den Däiwel oder Satan nennen, si fir d’Bahâ'i Symboler fir den Ego, deen eis
Opmierksamkeet un dat Materiellt fesselt; wat aner Reliounen den Himmel an d’Häll nennen, si Symboler fir
d’Nosin an d’Wäitewechsi par rapport zum Gëttlechen. Hei elo e puer Texter zum Thema aus de Bahâ'i Schrëften:
„Bedenkt wat de Mënsch vun den aneren erschafene Wiesen ënnerscheet an hien zu engem besonnesche Geschöpf
mécht. Ass et net seng Urteelsfäegkeet, seng Intelligenz. Soll hie net dës Fäegkeeten a senger reliéiser Forschung
benotzen? Ech soen iech: Weit alles, wat iech als Relioun ugebuede gëtt, mat der Wo vun der Vernonft an der
Wëssenschaft. Wann et d’Proufbesteet, da kënnt der et unhuelen, well dann ass et d’Wourecht. ... Am anere Fall
ass et Onwëssenheet. “ 2
A weider fanne mer: „ Wat d’Fro vu béise Geeschter, Dämonen a Monstren ugeet, sou huet alles wat sech an den
hellege Bicher dorop bezitt eng symbolesch Bedeitung. Wat een haut am Volleksmond doriwwer zielt ass rengen
Awerglawen. “
A weider fanne mer: „De béise Geescht, Satan oder wat och ëmmer al béis interpretéiert gëtt, bezitt sech op déi
niddreg Natur vum Mënsch. Dës niddreg Natur gëtt op ënnerschiddlech Manéier symboliséiert. Am Mënsch ginn et
zwou Ausprägungen; déi eng ass den Ausdrock vun der Natur, déi aner den Ausdrock vun der geeschteger Welt.
D ’Welt vun der Natur ass feelerhaft. Kuck der se gutt un a verwerf all Form vun Awerglawen an Abildung ... Gott
huet ni e béise Geescht erschaf; all sou Iddien a Bezeechnunge si Symboler, déi just déi mënschlech oder ierdesch
Natur vum Mënsch ausdrécken. Eng wesentlech Bedingung vun Aerdbuedem ass déi, dass si Dären, Onkraut a
Beem ouni Friichten ervirbrénge kann. Relativ gesinn ass dat dat Béist; et handelt sech einfach ëm dee niddregen
Zoustand an dat gerengwäertegt Erzeugnis vun der Natur. “
Zum Schluss elo dësen däitschen Text aus de Bahâ'i Schrëften: „Der Mënsch steht auf der höchsten Stufe der
Materie und am Anfang der Geistigkeit, das heißt, er ist der Abschluß der Unvollkommenheit und der Anbruch der
Vollkommenheit. Er steht im letzten Grad der Dunkelheit und am Anfang des Lichts. Darum wurde gesagt, daß die
Stufe des Menschen das Ende der Nacht und der Beginn des Tages sei, was bedeutet, daß er der Inbegriff aller
Grade der Unvollkommenheit ist und daß er die Grade der Vollkommenheit besitzt. Er hat die tierische Seite so gut
wie die engelgleiche Seite; und das Ziel eines Erziehers ist, die menschlichen Seelen so zu bilden, daß ihre
engelhafte Seite ihre tierische überwinden kann. Wenn dann die göttliche Kraft im Menschen, die seine wesentliche
VoUkommenheit ist, die satanische Kraft, die absolute Unvollkommenheit ist, überwindet, wird er zum
vortrefflichsten aller Geschöpfe; siegt aber die satanische Kraft iiber die göttliche, so sinkt der Mënsch zum
niedrigsten der Geschöpfe herab. Darum ist er der Abschluß der Unvollkommenheit und der Anbruch der
VoUkommenheit. Bei keiner anderen Gattung in der Welt des Daseins besteht so ein Unterschied und Widerspruch,
solche Gegensätzlichkeit und Verschiedenheit wie bei der Gattung des Menschen. “
70 D’Bahâ'i Bestietnis
70t Sendung. Fir d’Bahâ'i ass d’Famill d’Fundament vun der Gesellschaft. Sou laang des extrem wichteg Zell net
gesond an eeneg ass, sou laang kann eis Gesellschaft och net gesond a vereent sinn. D’Bestietniss mat engem
Partner vum anere Geschlecht stellt d’Basis vum Familljeliewen duer. Bahâ'u'llâh huet geschriwwen: „le mariage
1 Abdu'l-Bahâ, cité dans "L'Art divin de vivre", p. 187-188
2 S.39, Bahâ'i Wat se gleewen
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 60 -
est une forteresse de bien-ëtre et de salut. “ Hie sot och dass déi bestuete Koppel sech sollt Méi ginn „ de devenir
des compagnons affectueux l’un vers l’autre, fir elo a fir d’Eiwegkeet. "...
D’Bahâ'i de nk en dass d’Virbereedung op d’Bestietnes wesentlech ass fir e gléckleche Stot ze garantéieren. Zu dëser
Virbereedung gehéiert och dass d’Elteren hir Zoustëmmung zu der Wiel vum Partner ginn. Wann déi zwee déi sech
wëlle bestueden hire Choix gemaach hunn, ass et d’Aufgab vun den Elteren hire Kanner an enger vun de
wichtegsten Décisiounen an hirem Liewen ze hëllefen.
Dës Viraussetzung schéngt de Bahâ'i onbedéngt noutwendeg fir d’Eenheet am Bestietnes an an der Famill ze halen.
Bahâ'u'llâh verlaangt vu sengen Unhänger, seng Elteren ze éieren. D’Averständnis vun den Eltere kréien, bestätegt
d’Wichtegkeet vun dësem Lien deen eng Generatioun mat där anerer verbënnt. Sollten déi éischt puer Joer vum
Bestietnes schwéier sinn, ass dëse Lien eng gutt Stütz.
Wann d’Elteren hiert Averständnes ginn hunn, kann d’Hochzäit gefeiert ginn an dat mat enger Zeremonie déi ganz
einfach ka sinn. Virun zwee Zeien, déi vum lokale Bahâ'i Rot ernannt ginn, seet d’Koppel folgende Vers: « En
vérité nous dépondons de la volonté de Dieu. » Dëst einfacht Engagement, anzwar nom Wëlle Gottes ze liewen,
bedeit och, all déi aner Aufgaben ze akzeptéieren, déi d’Bestietnes mat sech bréngt: d’Verspriechen, sech gär ze
hunn, een deen aneren an Eier halen, sech een ëm deen aneren ze bekëmmeren, onofhängeg vu gesondheedleche
Problemer oder materiellem Räichtum, am Matginn an an der Zouneigung.
Doriwer hinaus kann d’Koppel an hir Famill d’Hochzäit sou organiséieren wéi si wëllen. Ganz no hirem
perséinleche Goüt, demno wat se sech kënne leeschten, no de kulturellen Traditiounen kann d’Hochzäit einfach
oder grandiéis sinn, an dat op all Niveau: d’Musek, Danzen, d’Gezei, d’Iessen an d’Festivitéiten.
Wéi an deene meeschte Reliounen, gëtt dat, wat Mann a Fra am Bestietnes verbënnt, als helleg ugesinn an d’Koppel
versprécht sech absolutt trei ze sinn.
D’Gläichheet tëschent Mann a Fra gëtt am Bahâ'i Bestietnes an d’Praxis ëmgesat. Problemer déi am Stot optauchen,
ginn duerch Berodung am Stot geléist. D’Fraen hunn d’Fräiheet der Carrière nozegoen, déi si interesséiert; de Mann
soll sech genee sou un der Hausaarbecht an der Erzéiung vun de Kanner bedeelege wéi d’Fra.
Et ass ganz verständlech dass Bestietnesser tëschent Leit aus verschidde Kulturen encouragéiert ginn. Si
ënnersträichen nämlech d’wesentlech Eenheet vun der Mënschheet.
Wann e Bahâ'i Bestietnes neméi fonktionéiert, ass d’Scheedung erlaabt, awer natierlech gëtt dovun ofgeroden.
Wann eng Bahâ'i Koppel d’Scheedung ufreet, mussen si wärend engem Joer getrennt liewen an eng Reconciliation
versichen. Wann, zum Schluss vum Joer, d’Scheedung nach ëmmer gefrot ass, gëtt se akkordéiert, an dat sou wéi et
am Code Civil virgeschriwwe steet. Dëst Joer vun der Gedold, - année de la patience - wéi et heescht steet ënnert
der Verantwortung vom lokale Bahâ’i Rot.
D’Haaptroll vum Bestietnes bei de Bahâ'i, ausser dem physeschen, intellektuellen a spirituelle Verständnis, ass
d’Procréation. D’Erzéiung vun de Kanner ass fir e Bahâ'i net nëmmen eng immens Quell vu Freed mee och eng
ganz speziell an éierbar Aufgab.
71 D’Weltkonferenz géint Rassissmus
71t Sendung, den 31ten August an lte September 2002. Sécher hutt der vun de Schwieregkeeten ronderëm
d’Weltkonferenz géint Rassissmus héieren. D’Regierunge vun der Welt ploe sech mat enger fundamentaler
Herausfuerderung mat där d’Mënschheet haut betraff ass. Leider hunn d’Medien decidéiert, sech éischter op
d’Schwieregkeeten ze konzentréieren, wéi zum Beispill d’Décisioun vu Vetrieder vun zwou Regierungen, sech
neméi un der Konferenz ze bedeelegen. D’Medien sinn net esou interesséiert, vun de Fortschrëtter, déi gemeet ginn,
ze erzielen, wann se och nach sou kleng sinn.
Als eng international Netregierungsorganisatioun huet d’intemational Bahâ'icommunautéit sech scho mat de
Virbereedungen fir dës Konferenz bekëmmert. Si ass och selwer op der Konferenz vertmeden. Leit vu verschidde
Rassen an ethnesch Gmppen ze vereenegen ass eng Aarbecht fir déi d’Bahâ'i Gemeng scho laang bekannt ass. De
Schwéierpunkt vun hirer Aarbecht louch nach ëmmer doran, méi eng grouss Eenheet opzebauen anstatt
Konfrontatioun ze sichen. D’Existenz selwer vun der Bahâ'icommunautéit - vereent an hirer Verschiddenheet
uechter d’Welt - ass e Beweis fir d’Wourecht an d’Effikazitéit vun de Léiere vu Bahâ'u'llâh iwwer d’Eenheet vun
der Mënschheet.
E Beitrag vun der intemationaler Bahâ'icommunautéit op der Weltkonferenz géint Rassissmus war hire Rapport,
deen si der Konferenz präsentéiert hunn. Ech zitéieren aus dem Rapport: „Déifalsch Idee dass d’Mënschheet
iergendwéi aus verschidden an eege Rassen, Vëlker oder Kasten zesummegestallt ass - an dass dës Ënnergruppen a
sech selwer verschidden intellektuell, moralesch an oder phvsesch Kapizitéite besëtzen, déi dann doduerch
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-61 -
verschidde Manéiere vu Behandlung gerechtfärtegen - ass d’Wuerzel vun all de Forme vun Diskriminatioun an
Intoleranz. “
„A Wierklechkeet gëtt et nëmmen eng mënschlech Rass. Mir sinn ee Vollek, bewunnen de Planéit Âerd, eng
mënschlesch Famill, zesummegebonnen an engem gemeinsame Schicksal, eng eenzeg Eenheet, hirgestallt vun enger
an der selwechter Substanz, mat der Opfuerderung, eng eenzeg Séil ze sinn. “
„Des Realitéit unerkennen ass d ’Antidot zum Rassissmus, der Xenophobie an der Intoleranz an all hire Formen. Et
sollt, deementspriechend, als eng Richtlinn gëllen, an datfir all Diskussiounen, Deliberatiounen an dat wat bei der
Weltkonferenz géint Rassissmus erauskomme soll. “
,f)es Tatsaach vun eiser Existenz richtegze verstoen, gëtt eis d’Fäegkeet, d’Mënschheet net nëmme vum
Rassissmuss, sowéi rassesch an etlmesch Virurteeler an der Xenophobie ewechzeféieren, mee doriwwer eraus
ewech vun Notioune vun Toleranz oder Konzepter vun engem Multikulturalismus. Wann dës Konzepter och wichteg
Schrëtt vun engem laang erwaarten Zil vun der Mënschheet sinn, eng friddlech, gerecht a vereente Welt ze bauen,
gi se awer dach net duer fir d’Krankheete wéi de Rassissmuss a seng Begleeder, déi jo awer déifWuerzelen hunn,
ze heelen. “
„D 'Realitéit vun der mënschlescher Eenheet gëtt vun der Wëssenschaft voll ënnerstëtzt. D’Anthropologie,
d’Physiologie, d’Psychologie, d’Soziologie a viru kuerzem d’genetesch Fuerschung, an hirer Entzifferung vun de
mënschlesche Genen, weisen all, dass et nëmmen eng mënschlesch Spezie gëtt, wann och onendlech
ënnerschiddlech an den zwweetrangegen Aspekter vum Liewen. Déi grouss Weltrelioune vertrieden dëse Prinzip,
och wann hir Unhänger, mat Zäiten, u falsch Notioune vu Superioritéit festgehalen hunn. D ’Begrënner vun all de
grousse Relioune vun der Welt hu versprach dass enges Dags Fridden a Gerechtegkeet op der Welt géifbestoen an
d’ganz Mënschheet vereent wier. “
Am Rapport vun der internationaler Bahâ'icommunautéi fënnt ee konkret Virschléi dass bei der Konferenz positiv
Saache vun der Konferenz erauskomme sollen.
72 Den llte September, d’Welt am Schock
72t Sendung, de 14ten a 15te September 2002. Wat de leschten Dënschdeg geschitt ass, huet mech wierklech
wakreg gerëselt. Mat Momenter koume mer d’Tréinen, wéi ech d’Solidaritéit ronderëm mech gespuert hunn. 24
Stonnen no deem trageschen Dag huet den amerikanesche Kongress um Kapitol Gebieder gesot. Net nëmmen a
ganz Amerika, mee iwwerall uechter d’Welt gouf gebiet. Ass net grad an esou enger schrecklecher Situatioun
Glawe gefrot? Musse virun allem déi Betraff net just elo staark sinn an hir Gefiller vun extremer Trauer, Schock,
Roserei an dem Gefill fir rächen ze wëllen, musse si net elo versichen dës Gefiller ënner Kontroll ze kréien? Ëmmer
erëm héiert een dee staarke Wonsch no Bestrofung a Gerechtegkeet fir déi Responsabel. 'Abdu'l-Bahâ sot: Gerad
dann, wa mer mat Ongerechtegkeet konfrontéiert sinn, musse mer op déi Responsabel sou kucken, dass mer hir
Sënne verdecken, awer mat Gerechtegkeet handeln; wa mir dat och vläicht net fäerdeg bréngen, sou kënne mer
sécher sinn dass Gott gerecht ass. Zugläich ass Hien och barmhäerzeg, genee sou wéi Belounung a Bestrofung
d’Pilieë sinn, op deenen eis Gesellschaft stinn, sinn et an der nächster Welt Barmhäerzegkeet a Gerechtegkeet. Wa
mer Gott net nolauschteren a mir géint dat schaffen, wat Hien eis uréit, wäert Hien dat wat mer man am Liicht vun
der Gerechtegkeet kucken an eis dovir bestrofen. An dat a Form vu geeschteger Deprivatioun an Degradatioun.
Dowéinst fanne mir an de Bahâ'i Gebieder Passagen, wou mer Gott bieden, net op eis mat Gerechtegkeet ze kucken,
mee mat onendlecher Baarmhäerzegkeet.
Wéi hunn d’Bahâ'icommunautéiten op dat reagéiert wat den 1 lte September passéiert ass? All National Réit hunn
hire Schock an Onglawen mat der amerikanescher Bevëlkerung a mat de Bahâ'i vu New York matgedeelt. New
York, eng Stad déi de Jong vum Begrënner vun der Bahâ'i Relioun, d’Stad vum Bündniss genannt huet. Enger Stad
wou sech virun néng Joer, iwwer 30000 Bahâ'i aus der ganzer Welt zesummefonnt hunn, fir d’honnertjäreg
Hischeede vun Hirem Begrënner Bahâ'u'llâh, ze kommemoréieren an zugläich der Welt ze weisen, dass d’Eenheet
an der Villfalt Realitéit ka sinn.
Bahâ'i an der ganzer Welt biede speziell an dësen Deeg dass d’Mënschheet Fridde fënnt, an dëser Zäit vu Leiden,
Ongléck a Peng an dass si a Bahâ'u'llâh dee gesi kënnen, deen hinnen hëllefe kann. Wann dir wëllt e puer Bahâ'i
Gebieder kenneléieren an iech fir d’Léisungsvirschléi vun de Weltproblemer interesséiert, da rufft eis un;
daagsiwwer um 44 22 20 oder kuckt am Telefonsbuch ënnert Bahâ’i.
73 D’Welt nom llte September 2002
73t Sendung, den 21ten an 22te September 2002. D’Bahâ'i Reaktiounen no deenen tragesche Momenter d’lescht
Woch. „Déi tragesch a schockéierend Evenementer vun der leschter Woch an Amerika weie schwéier an eisen
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 62 -
Häerzer. Sécher maache mir eis all Gedanken a Suergen iwwer den zukünftege Fridden an d’Wuelerginn vun der
Mënschheet. “
Mat dëse Wierder huet den Nationale Bahâ'i Rot vu Groussbritanien sech un d’Bahâ'i an hirem Land an doriwwer
hinaus geriicht. Un déi amerikanesch Bahâ'i communautéit schreift den Nationale Rot ënner anerem dat hei:
„Eis Häerzer si geschockt a voller Trauer wa mer un d’Gewaltaktioune vun Terroristen géint onschëlleg Opfer zu
New York, Pennsylvenia a Washington denken. Mat vollem Wëlle biede merfir déi, déi gestuerwe sinn afroen den
Herrgott sech ëm d’Häerzer vun Deenen ze bekëmmeren, déi Membere vun hirer Famill verluer hunn a fir eis
Natioun an hiert d’Vollek ze stäerken fir des Herausfuerderung mat Glawen, Courage an Eenheet unzehuelen. “
Vill vun eis froen sech sécher, wéi mir op dat wat passéiert ass, elo reagéiere kënnen. An dat an dëser kritischer Zäit
an der Geschicht. Als Bahâ'i hu mer eng grouss Chance an deem mer eng Rei vu Gebieder fir Amerika an New
York hunn. Uganks vum leschte Joerhonnert war 'Abdu'l-Bahâ, de Jong vum Begrënner vun der Bahâ'i Relioun
nämlech wärend enger gudder Rei Méint an Amerika an och zu New York. Hien huet do a Privathäiser, Kirchen,
Synagogen an aner grousse Kongresszentren d’Léiere vu sengem Papp mat Iwwerzeegung a vill Léift verbreet. Sou
fënnt een op der Intemetsäit vun de Bahâ'i vun New York zwee vun deene Gebieder.
Wat och ëmmer an den nächsten Deeg, Wochen a Méint passéiere wäert, kënne mir voll Vertraue soen, dass dëst
dee grousse Plang vu Gott ass fir d’Welt ze vereenegen. Als Bahâ'i kann een a Versuchung kommen doriwwer ze
spekuléieren wat dat genee heesche soll. Et ass och liicht sech an Diskussiounen anzeloossen, wat d’Regierunge vun
der Welt dann elo maache sollten. Eis Aufgab ass et awer, eise Matmënschen ze hëllefen, hire Verstand an hir
Häerzer opzeman fir déi eenzeg Kraaft déi Fridden op der Welt brénge kann.
Méi wéi jee, schreift den amerikanesche Bahâ'i Rot, gëtt elo d’Visioun vum heelende Message vu Bahâ'u'llâh
gebraucht an de Bahâ'i Gedanke vun universaler Léift an Hëllef. Weider soen d’Bahâ'i Schrëften eis: „Looss hie
jidderengem hëllefen a vun Notze sinn, deen him iwwer de Wee leeft. Looss hien de Charakter vu jidderengem
verbesseren. ... Well d’Léift ass eng Luucht déi liicht, egal wou se ass, an Haass ass d’Däischtert, egal wou se ass. “
„Ech fuerderen iech op, “ schreift 'Abdu'l-Bahâ, „konzentréiert all d’Gedanke vun ärem Häerz op d’Léift an op
d’Eenheet. Wann iech e Gedanke vu Krich kënnt, ersetzt en duerch méi e staarke Gedanke vu Fridden. E Gedanke
vun Haass muss duerch méi e staarke Gedanke vu Léift zerstéiert ginn. Gedanke vu Krich bréngen Zerstéierung vun
aller Harmonie, Rou an Zefriddenheet. Gedanke vu Léift féieren zu Bridderlechkéit, Fridden, Frëndschaft a Gléck. “
74 Dat 20t Jorhonnert
74t Sendung, den 28ten a 29te September 2002.
D’20t Joerhonnert kann een an engem Saz definéieren: eng laang an eenzeg Recherche wéi d’Welt organiséiert soll
sinn. Hannert deenen onzielbare Konflikter steet eng Fro, op déi vill Institutiounen, Organisatiounen a
Mouvementer bis haut nach keng kloer Äntwert fonnt hunn: Wéi soll d’Mënschheet sech organiséieren? Am Ufank
vum leschte Joerhonnert ass d’absolutt Monarchie a Fro gestallt ginn; den éischte Weltkrich huet hir lescht
Institutiounen niddergerass. Den zweete Weltkrich huet d’Fro vum Faschissem gekläert an huet dem Kolonialismus
de Coup de grâce ginn. An haut gëtt déi ambitiéist vun allen Experienzen, de Kommunismus, genauso
diskreditéiert. Dat eenzegt wat bleift ass d’Demokratie. Méi wéi eng Demokratie? Obscho si wäitaus besser ass wéi
all anere System dee mer bis haut kennen, huet d’Demokratie, sou wéi mir se haut praktizéiem, hir eege
Schwieregkeeten. Trotz hirem Succès schéngt et wéi wann am Westen, d’Multiparteiesystem hir Grenzen erreecht
hätt. Kormptioun, Beschass, negatif Walkampagnen, gefälschte Walen an Indifferenz hunn a ville Länner sou en
Desinteressi bei de Wieler erbäigemff, dass déi ganz Integritéit vum System bedreet ass. Am Oste sinn déi éischt
Zeeche vun der Demokratie vun enger Onmass vu Problemer bedroht an d’Demokratie gëtt ënner Drock gesat.
Dozou gehéieren e Mangel un Erfahrung, ural ethnesch Spannungen a kulturell Bestriewungen déi sech
géinteniwwer stinn.
Ëmmer méi Leit froen sech wéi eng Form vu Regiemng haut da nach fiabel ass. Um Rand vun dëser Diskussioun
gëtt et zur Zäit eng aussergewéinlech Alternativ, déi vun der weltwäiter Bahâ'icommunautéit entwéckelt gëtt.
D’administratiivt System wat hir hëlleft hir Affäiren ze geréieren gouf vum Begrënner selwer a senge Schrëften
entworf. Domat kréien déi sozial Prinzipien déi hie geléiert huet och e Kierper. De Fait dass et e gëttleche Modell
fir eng permanent Administratioun vum Bahâ'i Glawe gëtt ass genee sou wesentlech zu der Defmitioun vum
Glawen an dem Praktizéieren wéi déi geeschtlech a sozial Doktrinne (Léieren) vu Bahâ'u'llâh.
Sou schreift Bahâ'u'llâh zum Beispill dass e Bahâ'i, an egal wéi engem Land en och wunnt, sech der jeeweileger
Regéimng géintiwwer loyal, éierlech an trei behuele soll.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-63 -
Wéi elo Décisiounen am Bahâ'i Glawe getraff ginn, sief et op lokalem, nationalem an intemationalem Plang, wéi
eng Stellung d’Expressioun vum Eenzelnen anhëlt, gesi mer an eiser nächster Emissioun. Fir ofzeschléissen, nach
dëse Gedanken: Gebiet ass sënnlos ouni Meditatioun a Meditatioun ass sënnlos ouni Aktioun.
75 E Modell wéi d’Mënschheet zesumme liewe kann
75t Sendung, de 5ten a 6ten Oktober 2002. Am Bahâ'i Glawen fanne mer e Modell an e Beispill wéi d’Mënschheet
zesumme liewe kann. Entworf gouf dëst Modell am Mëtt vum 19te Jorhonnert vun hirem Begrënner, Bahâ'u'llâh.
Haut gëtt dëst Modell vu 6 Millioune Leit weltwäit an d’Realitéit ëmgesat, also eng Persoun vun dausend op der
Welt bekennt sech als Bahâ'i a versicht duerch seng Aktiounen, säi Liewe a seng Partizipatioun, e Beispill ze sinn.
Eng konkret Äntwert also op déi Fro, déi souvill gestallt gëtt, an dat gerat elo: Wéi soll d’Mënschheet sech
organiséieren? Fir unzefänken fanne mer an de Bahâ'i Schrëften, dass e Bahâ'i, an egal wéi engem Land een och
wunnt, sech der jeeweileger Regierung géintiwwer loyal, éierlech an trei behuele soll. D’Decisiounen an den Affäre
vun der Gemeng gi vun administrative Réit getraff, vu fräi gewielte Gremien also an dat op lokalem, nationalem an
intemationalem Plang. Obwuel dës demokratesch Wale vill Änlechkeete mat anere Walen hunn, déi mer kennen,
sou steet d’Bahâ'i Administratioun an d’Gestioun an hirem Ganzen dach a staarkem Kontrast zu den aktuelle
Modeller. Sou zum Beispill wéi d’Walen ofgehal ginn. Do gëtt et keng Form vu Walpropaganda oder Nominatioun.
Jiddereen dee wielt huelt dee gréisst méigleche Choix vu Kandidaten. D’Aart a Weis wéi d’Bahâ'i Gremien hir
Eentscheedungen huelen ass genee sou original. An dëser Approche feelt de Geescht vun der Konfrontatioun a si
baséiert sech op der Recherche vun engem gemeinschaftleche Konsensus. E Konsensus, deen d’Interesse vun de
Wieler zesummesammelt, am plaz se ee géint deen aneren auszespillen.
D’Studenten, déi dee geschichtlechen an theoreteschen Aspekt vu moderner Politik kenneléieren, wäerten eppes hei
besonnesch interessant fannen: An zwar d’Gläichgewicht wat am System gehale gëtt tëschent der Fräiheet vun dem
individuellem Ausdrock an der Recherche vum bien commun.
Dat wat Bahâ'u'llâh eis ze soen huet riicht sech net nëmmen un d’Mënschheet allgemeng an als Kollektivitéit mee
och un d’Gewësse fir all Eenzelnen. „Soyez vigilants aux besoins de votre époque“, seet Hien „et concentrez vos
délibérations sur ses nécessités et sur ses exigences. “ De Mënsch krut moralesch, intellektuell a geeschtlech
Fäegkeeten déi enorm wichteg sinn, wa mer gär hätten, dass eis Zivilisatioun Fortschrëtter soll man. Also ass et och
grad sou wichteg fir d’Gestioun vun der Gesellschaft dës kreativ Méiglechkeete vun eiser Séil fräizeman wéi och e
System ze fërderen an deem Decisioune demokratesch getraff ginn.
76 Wéi d’Bahâ'i sech organiséieren?
76t Sendung, den 12ten an 13ten Oktober 2002. An de Bahâ'i Schrëfte fanne mer e Kader, eng administratif
Uerdnung mat der d’Bahâ'i hir Affäre geréiere kënnen. Dës Uerdnung baséiert op engem eenzegartege System vu
Réit, déi ffäi gewielt ginn. Si ginn eis nei Ustéiss iwwer d’Limite vun der Demokratie.
Déi administrativ Uerdnung, déi Bahâ'u'llâh verkënnegt fuerdert vun de gewielten Institutiounen, dass si
d’Entwécklung an d’Ausübe vun enger Rei vu Fäegkeeten ureegen. Dat sinn déi moralesch, déi intelektuell an déi
geeschteg Fäegkeeten. Si si wesentlech fir de Fortschrëtt vun eiser Zivilisatioun. A fir das dës Fuerderunge kënnen
erfëllt ginn, goufe komplämentar Institutiounen erschaf. Hir Aufgab läit doranner ze beroden, ze encouragéieren an
ze ënnerstëtzen, engersäits d’Membere vun der Bahâ'igemeng eenzel an anerersäits als gewielten Organer.
Déijéineg, déi dëse fundamentalen Déngscht ausüben, goufen opgrond vun e puer Kriterien ausgewielt: eng grouss
Erfahrung, hir Wäisheet, hir Maturitéit, hir Integritéit an aner perséinlech Qualitéiten.
Duerch hir Nominatioun kritt d’Bahâ'igemeng e Grupp vu Leit, déi eng grouss Diversitéit duerstellen. Bei der
Ëmsetzung vun de Léiere vu Bahâ'u'llâh am alldeegleche Liewe bréngen si sou vill Enthusiasmus mat. Obscho si
kee Mandat hu fir Entscheedungen ze treffen, droen hir Rotschléi wesentlech derzou bäi, d’Liewe vun der
Bahâ'igemeng ze gestalten. D’Membere vun dëser emannten Institutioun leeschte fir eng bestëmmten Zäit dësen
Déngscht. Um Enn vun hirem Mandat huelen si nees hir normal Plaz an der Bahâ'icommunautéit an. Si hu keng
klerikal Funktioun an et steet hinnen och net zou, d’Bahâ'i Léieren ze interpretéieren. Par conter ass et wouer dass
hir Meenung respektéiert gëtt, an dat vun deem Eenzelnen wéi vun den administrative Réit.
Wéi ginn dann elo am Bahâ'i Glawen d’Decisioune geholl? Baséierend op engem Ensemble vu Wal- a
Berodungsprinzipien, dréint de Bahâ'isystem vun der gemeinschaftlecher Décisioun ronderëm administrativ Réit,
déi fräi gewielt ginn. Dës Hierarchie delegéiert d’Huele vun den Entscheedungen op der méiglechst ënneschter Stuf,
wat un sech en eenzegartegt Instrument vun Demokratie op lokalem Niveau duerstellt. Zugläicher Zäit erlabt dës
Hierarchie en Niveau vu Koordinatioun an Decisioun ze erreechen, deen eng Kooperatioun op weltwäitem Plang
méiglech mécht.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 64 -
77 De lokale Bahä'i Rot
77t Sendung, den 19ten an 20ten Oktober 2002. D’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i. Um Mikro de Jean-Marie
Nau. D’administratif Uerdnung am Bahâ'i Glawen, gouf vu Bahâ’u’llâh, dem Stëfter vum Baha’i Glawen a Senge
Schrëften duergeluecht. Hien huet duerch dës Uerdnung eng Form geschaf, an där Seng sozial Léieren Uwendung
fannen. D’Treffe vun Entscheedungen, wat elo d’Affairë vun der Gemeng ugeet, läit an den Hänn vun Conseilen,
déi um lokalem, nationalem, an intemationalem Plang fräi gewielt ginn. Um lokale Plang, ass dat de sougenannten
lokale geeschtege Rot. Fir Lëtzebuerg sinn dat déi eenzel Gemengen am Land. E lokale Bahâ'i Rot gëtt an all
Gemeng gewielt wou op mannst néng erwuesse Bahâ'i wunnen. Et ass nëtzlech wa mer eis e bësse méi genee
ukucken, wéi de lokale Rot da fonktionéiert, aus dem einfache Grond dass de Fonktionement änlech ass op
nationalem wéi op intemationalem Plang.
D’Aktiounsfeld vum lokale Rot ass duerch d’Gemengegrenzen defméiert, déi jo vun der Regierung festgeluecht
sinn. An anere Wierder heescht dat, dass all d’Bahâ'i déi an enger Gemeng gewunnen zu deem jeeweilege lokale
Rot gehéieren. Also all Bahâ'i deen zum Beispill um Lampertsbierg, Cents, Belair oder zu Beggen wunnt, gehéiert
zum lokale Rot vun de Bahâ'i vun der Stad Lëtzebuerg.
De lokale Rot gëtt all Joer a geheimer Wal gewielt. Am Abrëll treffen déi erwuesse Bahâ'i iwwer 21 Joer aus hirer
jeeweileger Gemeng sech fir ze wielen. Am Fall wou se verhënnert sinn, si se gebieden hir Stëmm schrëftlech
eranzeschécken. No enger Zäit fir Gebieder a rouegem Nodenken schreiwen d’Partizipanten d’Nimm vun deene 9
Leit op, déi hirer Meenung no déi beschte Qualitéiten hunn fir d’Affäre vun der Gemeng ze geréiren. An de Bahâ'i
Schrëfte fënnt een d’Beschreiwung vun dëse Qualitéiten, dat sinn ënner anerem Wëssen, Erfahmng an Déngscht un
der Gemeng an um Glawen.
Interessant ass hei virun allem, dass et keng Wallëscht gëtt a keng Kandidaten. All Erwuessene vun der
Bahâ'igemeng kann an de lokale Rot gewielt ginn; déi néng Leit déi déi meeschte Stëmme kmten, si gewielt. Vu
dass jidderee gewielt ka ginn, huet deen Eenzelne bei der Wal eng absolutt Fräiheet wéi eng néng Leit hie wielt.
De Prinzip vum Bahâ'iwalsystem baséiert dorops, Verantwortlecher no vir ze bréngen, déi hir Fäegkeeten an den
Déngscht vun der Gemeng sezten. Zur Zäit geréiren déi lokal Réit eng ganz Rei vun Aktivitéiten déi d’Basis vum
Liewen an der Bahâ'igemeng duerstellen: d’Erzéiung vun de Kanner, Déngschter vu géigesäiteger Hëllef,
Diskussiounen, Manifestatiounen, Konferenzen, Bahâ'i Feieren a Kommemoratiounen, Hochzäiten, Scheedungen a
Begriefnisser. Eng Rei vu lokale Réit bekëmmere sech och ëm kleng Entwécklungsprojeten am Beräich vun der
Erzéiung, der Ekonomie oder der Ëmwelt. D’lokal Réit bekëmmeren sech och ëm d’Nonzéngdeegfeier, e wichtege
Bestanddeel an der Bahâ'icommunautéit. A viregen Emissiounen gouf d’Nonzengdeegfest méi genee beschriwwen.
Wann de lokale Rot och d’Decisiounen trëfft, sou ass dach d’Nonzengdeegfest eng wichteg Geleeënheet wou
jiddereen, kleng a grouss, encouragéiert gëtt, seng Virschléi deenen aneren an dem lokale Rot matzedeelen.
78 Den nationale Baliâ'i Rot
Soubal et an engem Land genuch lokal Bahâ'i Réit ginn, kann en nationale Rot forméiert ginn. Goufen et 1954 just
12 national Réit op der Welt, ginn et der haut 174, also praktesch an all Land. D’Wale vun de nationale Réit
fonktionéiere genee sou wéi déi vun de lokale Réit. Kanditaten a Walkampagne si verbueden. Et gëtt Wäert
geluecht op déi moralesch Qualitéiten an déi Fraen a Männer mat deene meeschte Stëmme gi gewielt. Bei dësen
nationale Walen sinn d’Wieler Delegéierter op enger nationaler Konventioun a si kënnen all Bahâ'i wielen, dee bei
hinnen am Land wunnt. Dës Delegéiert ginn al Joer a geheimer Wal vun den Erwuessene Bahâ'i aus engem
Waldistrikt gewielt, awer si representéieren d’ganzt Land.
Genee sou wéi d’Männer an d’Fraen déi fir hir lokal Réit schaffen a sech ëm d’Affäre vun enger Gemeng
këmmeren, genee sou ass et d’Aufgab vun den nationale Réit sech ëm d’Orientatioun an d’Koordinatioun vun de
Bahâ'i Aktivitéiten an hirem Kand ze bekëmmeren. Zu dësen Aufgabe gehéieren d’Ausschaffen an
d’Administratioun vun Entwécklungsprojeten, d’Erausgi vu Bicher, d’Ënnerhale vun de Relatiounen mat hirer
Regierung an d’Koordinatioun an d’Zesummeschaffe mat anere reliéise Gruppen a Netregierungsorganisatiounen.
Un der Spëtzt vun der administrativer Bahâ'i Struktur fanne mer d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet.
Zesummegesat vu néng Memberen, gëtt dësen héchste Gremium all fënnef Joer gewielt, an zwar vun all de
Membere vun den Nationale Réit déi d’Affäre vun der Bahâ'i Welt geréieren.
D’Aart a Weis wéi dësen héchste Gremium gewielt gëtt ass déi selwecht wéi déi vun de lokalen an de nationale
Réit. Keng Kandidatur a keng Walkampagnen. Déi 9 Leit déi die meeschte Stëmme kréien, si gewielt. Wéi bei de
lokalen an de nationale Walen, sollen d’Wieler sech déi Leit eraussichen, dären intellektuell a geeschteg Qualitéiten
unerkannt sinn.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 65 -
De Walprozess ass e liewechen Ausdrock vun demokrateschen Idealer. Obwuel et eng intemational Institutioun ass,
ass dësen héchste Gremium erstaunlecherweis ganz no un der Basis vun der Kommunautéit. All erwuesse Bahâ'i
bedeelegt sech un der Wal vun engem oder e puer Delegéierter aus sengem Walbezierk. Si wielen dann d’Membere
vun hirem nationale Rot a si wielen d’Membere vum héchste Bahâ'i Gremium.
Bahâ'u'llâh selwer huet dëse Gremium geschaf. An der administrativer Bahâ'i Uerdnung hëlt et eng eenzegaarteg
Plaz an. D’Bahâ'i denken dass d’Decisioune vun dësem Gremium, wat spirituell Saachen ubelaangt, onfeelbar a vu
Gott geleet sinn.
Dësen héchste Gremium, demokratesch gewielt, ka Gesetzer man iwwer all déi Froen, déi Bahâ'u'llâh net behandelt
huet. Wann zum Beispill d’Entwécklung vun enger neier Technologie e moralesche Problem duerstellt, deen zur
Zäit vu Bahâ'u'llâh onbekannt war, ass et d’Aufgab vun dësem Gremium, ze kucken, wéi dës Fro ka beäntwert ginn.
D’Bahâ'i gleewen also dass de Bahâ'i Glawen weiderhi wäert vu Gott geleet ginn an dat bis zur nächster
Manifestatioun. An dem Bahâ'u'llâh no kéim dës nei Manifestatioun net virun dausend Joer.
Wa mer eis d’Membere vun dësem héchste Gremium ukucken, stelle mer fest, dass genee sou wéi d’Membere vun
den nationalen a lokale Réit, si fir sech als Eenzelne kee Pouvoir a keng Autoritéit hunn, och wann sie héich
geschätzt a respektéiert ginn. Et ass nëmme wa si zesumme sinn, wa si offiziell an hirer Sëtzung sinn als Gremium,
wou si Autoritéit hunn a wou si, dem Bahâ'i Glawen no, gëttlech Inspiratioun kréien. Domat gëtt de Kult vun der
Perséinlechkeet évitéiert. Den Akzent läit op der gemeinschaftlecher Décisioun a net dem Pouvoir vum Eenzelnen
an dat op all Niveau, lokal, national an intemational.
79 Berodung
79t Sendung, den 2ten an 3ten November 2002. Déi administrativ Organer am Bahâ'i Glawe benotzen alleguer eng
extra Method fir hir Entscheedungen ze huelen: D’Berodung. Wat d’Berodung genee aus fënnt een an de Bahâ'i
Schrëften. D’Berodung erlaabt d’Sich no der Wourecht a ka sou op ville Gebidder benotzt ginn. Ëmmer dann ass
d’Berodung nëtzlech wann eng GruppenDecisioun néideg ass. D’Berodung gëtt net nëmmen an den Institutioune
benotzt mee och a Firmen, a Schoulen déi vu Bahâ'i geréiert ginn an am Alldag vu Bahâ'i Familljen, wann et
heescht Decisiounen huelen.
Bei der Berodung geet et virun allem dorëms e Konsensus, eng Iwwereneestëmmung tëschent de gewielte
Memberen ze erreechen. D’Berodung encouragéiert den Ausdrock vu verschidde Meenungen ouni awer déi aner
wëllen mat aller Kraaft a mat alle Mëttelen ze beaflossen. D’Berodung ass e wichtegt Fundament vun der Bahâ’i
Administratioun.
Hei ganz kuerz déi 4 wichtegst Punkten déi een fir eng Berodung brauch. Éischtens: All déi néideg Informatiounen
a Point de Vuën zu engem bestëmmten Thema gi gesicht an zesummegestallt. Dobäi kann een natierlech Appell
man u Spezialisten, wéi Juristen, Dokteren oder Wëssenschaftler. D’Meenung vu Memberen aus verschidde
Milieuxe vun der Kommunautéit kann och néideg sinn. Zweetens: Bei der Diskussioun gëtt versicht, richteraus,
éierlech an héiflech ze sinn, ouni déi aner ze attackéieren oder Ultimatumen ze setzen. Drëttens: Wann ee seng Iddi
präsentéiert huet, da gehéiert se dem Grupp; et geet net dorëms, perforce seng Iddi wëllen duerchzesetzen oder
Partei ze ergräifen. D’Fro ass hei: Wéi eng Iddi kann der Gesellschaft dee beschten Déngscht leeschten an net:
Weem seng Iddi ass et! A Véiertens: Unanimitéit ass erwënscht. Wann dat net méiglech ass, gëtt ofgestëmmt an de
Beschloss vun der Majoritéit gëtt ugehol. Wann de Grupp d’Décisioun trëfft, versicht jiddereen, och déi, déi net
dofir gestëmmt hunn, se voll a ganz ze akzeptéieren an se ze ënnerstëtzen.
Bei esou Konditiounen, kann et keng Minoritéit ginn oder eng Positioun vun der Oppositioun. D’Bahâ'i denken
éischter, dass am Fall vun enger schlechter Décisioun, dat evident ass, dee Moment wou d’Décisioun ausgefouert
gëtt. Dofir muss awer de Grupp, deen d’Décisioun geholl huet an en fait den Ensemble vun der Kommunautéit,
d’Décisioun voll a ganz ënnertëtzen.
Dëse Wëllen zur Eenheet bréngt mat sech dass wann eng Décisioun oder e Projet keen Erfolleg huet, de Feeler bei
der Iddi selwer läit a net beim Manktum vun Ënnerstëtzung bei der Gemeng. Dëse Prinzip läit nach eng Kéier an der
Erkenntniss, dass d’Eenheet eng Kraaft ass. De Jong vu Bahâ'u'llâh, 'Abdu'l-Bahâ sot, dass d’Bahâ'i ëmmer nees
versiche sollten, en A kk ord ze fannen.
Sech an engem Punkt eens sinn, och wann sech herno erausstellt dass d’Décisioun net richteg war, ass besser, wéi
eng Décisioun, déi richteg ass, déi awer am Désaccord getraff gouf, bei där een sech also net eens war. Et ass
d’Kraaft vun der Eenheet, déi d’Wourecht ervirbréngt an déi et dann erméiglecht de Feeler ze verbesseren an
d’Décisioun z’änneren.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 66 -
80 De Jugendprojet ToutFoi Tout Flamme
80t Sendung, den 9ten an lOten November 2002. Vu mëttwochs owes bis Sonndes mëttes waren se do, iwwer
véierzeg Jugendlecher aus véier franséischsproochege Länner, fir sech op e Liewen am Déngscht vun der
Mënschheet virzebereeden. Déi mescht vun hinnen si Bahâ'i a begeeschtert, vun der Visioun un enger neier
Gesellschaft kënne matzeschaffen. Dëst Zesummekommen ass dat éischt gewiescht an enger Rei vun Aktivitéiten,
mat engem Héichpunkt den nächste Summer. Si hu sech zu Huelemes zesummefonnt fir d’Bicher eent and zwee
vum Ruhiinstitut duerchzehuelen. An dëser partizipativer Method léiere si op eng kreativ Aart a Weis hire Glawe
besser kennen. Duerch praktesch Beispiller setze si sech mat de Bahâ'i Schrëften ausernanner. „D’Verbesserung
vun der Welt ka nëmmen duerch gutt a reng Aktiounen erreecht ginn “. Esou en Zitat heescht et an d’Realitéit
ëmsetzen. An do hunn déi Jugendlech, mat hirer Fräizäit, Ongebonnenheet, a mat hirer Begeeschterung en immense
Virdeel. An engem Zeechen - a Molatelier, geleet vum Marianne Wiltgen, hu si a knapps zwou Stonne praktesch
eng ganz Ausstellung op d’Bee gestallt. Inspiréiert vun engem Zitat aus de Bahâ'i Schrëften hu si kollektiv un e puer
Zeechnunge geschafft an déi dann an der Grupp erkläert. Hei e Beispill vu sou engem Text deen si inspiréiert huet:
„Je te supplie de faire de ma prière unfeu capable de consumer les voiles qui m ’ont séparé de ta beauté, et une
lumière qui me conduise vers l’océan de taprésence. Ech bieden dech, maach aus mengem Gebiet e Feier, dat et
fäerdeg bréngt d ’Schleier ze verbrennen, déi mech vun denger Schéinheet getrennt hunn an eng Luucht déi mech
zum Ozean vun denger Präsenz féiert. “ Déi Jugendlecher, déi sech méi fir d’Musek interesséieren, hunn zu dësem
Zitat eng flott Melodie dozou fonnt.
Wärend dem Weekend goung et och drëm sech besser auszedrécken. Wéi erkläert een engem dass et eng Muecht
gëtt, Een deen eis erschaf huet. A wéi eng Bezéiung hu mir mat eisem Créateur? Hei eng Méiglechkeet dat ze man:
Deen deen alles erschaf huet ass Gott, deen Eenzegen, deen Onvergläichlechen, Deen, dee kengem senger brauch.
Hien ass d’Ursaach vun eiser Existenz a vun Allem wat et gëtt. Hien huet de Mënsch erschaf an dat no sengem
Bildnes. D’Realitéit selwer vun eisem Créateur ass onbegräiflech fir eis mënschlech Intelligenz, well se limitéiert
ass an dat Onendlecht net verstoe kann. D’Biller déi d’Unhänger vun anere Reliounen sech iwwer Gott gemaach
hunn si just d’Friichte vun hirer eegener Imaginatioun. Gott ass kee Mënsch an en ass net einfach eng Kraaft déi
iwwerall am Universum ze fannen ass. D’Ausdréck déi mir gebrauchen, well mer soss näischt kennen, fir vun der
Quell vun eiser Existenz ze schwätzen, drécken ee vu sengen Nimm an Attributen aus, an dat an enger Sprooch, déi
et ni wäert fäerdeg bréngen, seng Realitéit ze beschreiwen. An de Bahâ'i Schrëfte liese mer: „ Ofils de l’homme!
J’ai aimé ta création, c ’estpourquoi je t’ai créé. Aime-moi donc afin que je puisse mentionner ton nom et que, de
l’esprit de vie,je remplisse ton âme. “
De Bahâ'i Schrëften no existéiere mir nëmme wéinst der Léift déi Gott fir eis huet. Mir sollten eis dëser Léift ëmmer
nees bewosst sinn. Et ass dës Léift, déi ass beschützt an déi eis Kraaft gëtt. Ob et eis schlecht oder gutt geet, ob mer
trauereg oder frou sinn; mir sollten drun denken, dass Hie stänneg Seng Léift iwwer eis schëtt. Dat heescht awer
net, dass mir näischt méi brauchen ze man. An eiser nächster Emissioun gitt der gewuer wat mir kënne man. Bis
dohin e wonnerschéine Weekend an eng super Woch.
81 Eis Bezéiung mat Deem Deen eis erschaf huet
81t Sendung, den löten a 17ten November 2002. De Bahâ'i Schrëfte no existéiere mir nëmme wéinst der Léift déi
Gott fir eis huet. Mir sollten eis dëser Léift ëmmer nees bewosst sinn. Et ass des Léift, déi ass beschützt an déi eis
Kraaft gëtt. Ob et eis schlecht oder gutt geet, ob mer trauereg oder frou sinn; mir sollten drun denken, dass Hien
stänneg Seng Léift iwwer eis schëtt. Wéinst der Léift déi Gott fir eis huet, huet hien eis erschaf. Weider liese mer an
de Bahâ'i Schrëften, dass Gott mat eis e Bündnis, eng Aart Kontrakt mat eis gemaach huet. Eng Alliance déi wärend
all Zäite bestoe soll. E Kontrakt ass e Verspriechen oder e Pakt tëschent zwee oder méi Leit. Deem éiwege Biindnis
no, léisst eise Créateur de Mënsch ni aleng. Vun Zäitalter zu Zäitalter weisst en eis säi Wëllen duerch ee vu senge
Gottesoffenbarer oder Manifestatiounen.
Dat Wuert „manifestéieren “ bedeit op franséisch och „révéler“ oder „dévoiler“ an zwar eppes wat virdrun nach
net bekannt war. D’Manifestatioune vu Gott sinn esou eenzegaarteg Wiesen, déi eist d’Wuert vu Gott wësse
loossen. Si sinn universal Erzéier déi eis weise wéi mer am Akkord mam Wëlle Gottes liewe kënnen; wéi mer
wierklecht Gléck erreeche kënnen. Zu dëse Manifestatioune gehéiere Krishna, Moses, Zoroaster, Buddha, Jesus-
Christus, Mohammet an och de Bâb a Bahâ'u'llâh, déi zwou Manifestatioune vu Gott fir eis Zäit.
Eng Allianz huet zwou Säiten: an dat tëschent zwou Parteien woubei jiddereng sech engagéiert op eng bestëmmte
Manéier ze agéieren. An der éiweger Allianz vu Gott, huet Hien säin Engagement eis vis-â-vis nach ëmmer gehal.
Elo stellt sech dann d’Fro, wéi mir da kënnen eisen Deel zu dëser staarker Allianz bäidroen?
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 67 -
D’Bündnes freet vun eis d’Manifestation vu Gott eemol fir d’éischt unzeerkennen a mat sengem Wëllen averstane
sinn. Wat ass de Sënn vun eisem Liewen? Vill Passagen an de Bahâ'i Schrëfte soen eis dass Gott eis erschaf huet, fir
Hien ze erkennen a fir Hien unzebieden. Dass mir eis Schwächt a Seng Muecht, eis Schwächt a Seng Kraaft, eis
Aarmut a Säi Räichtum unerkennen. An dass et keen anere Gott gëtt ausser Him, deen deen a Gefor hëlleft, deen
deen duerch sech selwer ass.
Wéi kënne mer da Gott erkennen? Nëmmen duerch seng Manifestatiounen. Wéi kënne mer de Sënn vun eisem
Liewen erfëllen? Nëmmen doduerch dass mer d’Manifestatioun vu Gott fir eis Zäit erkennen.
Mir liewen an enger Zäit wou all d’Versprieche vun der Vergaangenheet amgaang sinn, erfëllt ze ginn. Bahâ'u'llâh
seet eis dass mir all eis Differenzen ausgläiche sollen an dass mer, vereent am gréisste Fridde, ënnert dem Schiet vu
senger Méi a Guttheet bleiwe sollen. Bahâ'u'llâh als Manifestatioun fir eis Zäit akzeptéiere bedeit awer och ferm am
Glawe sinn a seng Geboter beuechten. An eiser haiteger turbulenter Zäit ass et extrem nëtzlech un d’Liewe vu
Bahâ'u'llâh ze denken, all dat wat Hie fir eis erlidden huet a seng aussergewéinlech Victoiren, seng grenzenlos Léift
eis géintiwwer. Dëst Zitat soll eis ze denke ginn:
,, L ’ancienne Beauté, Bahâ'u'llâh, s ’est laissé charger de chaines pour que l’humanitépuisse ëtre libérée de son
esclavage, et II a accepté d’ëtre emprisonné dans cette très grande forteresse pour que le monde puisse parvenir â
la vraie liberté. II a bu jusqu ’â la lie le coupe de la douleur, afin que tous les peuples de la terre puissentparvenir â
la joie éternelle et qu ’ils soient remplis d’allégresse. ... Nous avons ... accepté d’ëtre abaissépour que vous soyez
élévés, et Nous avons souffert une multitude d’afflictionspour que vouspuissiez ëtre épanouis etprospères. » 1
82 Geschicht: Encouragement
D’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i. Um Mikro de Jean-Marie Nau. Haut hunn ech eng kleng Geschicht fir iech.
Zwee Männer, allen zwee schwéier krank, sinn am Spidol an deele sech do dat selwecht Zëmmer. Ee vun hinnen ass
gezwongen, de ganzen Dag am Bett ze leien an um Réck. Deen aneren ka sech eng Stonn den Dag am Bett
opriichten a sëtzen, ëmmer da wann e seng Longe gebotzt kritt.
Säi Bett ass niewent der Fënster. Nodeem déi zwee sech e bësse kennegeléiert hunn, freet säin Noper hien, wat en
dann alles esou dobausse gesäit, vu dass hie jo net opstoe kann an och net bei der Fënster läit. An esou gëtt et eng
Gewunnecht, dass hie sengem Noper, wärend enger Stonn am Dag, d'Vue vun der Fënster beschreift.
Mat Ongedold waart de Mann am anere Bett drop, dass säin Noper him d'Vue beschreift: Op de Parc, mam grousse
Séi, wou d'Inten an e puer wonnerschéi wäiss Schwanen drop sinn, wou d'Kanner spillen an hir kleng Schëffelcher
fuere loossen. Do wou zwee Verléifter spadséieren a wou ee vu wäitem d'Stad gesäit. Seng Beschreiwunge si sou
schéin a faarweg, dass de Mann d'Aen zoumécht a sech all déi romantesch d'Szenen virstellt.
An esou ginn d'Deeg an d'Wochen eriwwer. Bis enges moies d'Infirmière kee Liewe méi am Mann nieft der Fënster
fënnt. Hien ass an der Nuecht gestuerwen. Deen anere Mann freet dann d'Infirmière ob hien dann elo kéint d'Bett
niewent der Fënster kréien.
Mat vill Péng hieft hien sech e bëssen op fir kënnen aus der Fënster ze kucken. A wat e gesäit kann e bal net
gleewen: Eng Mauer! "Dat do gëtt et dach net" seet hien zu der Infirmière, "wou ass dann de Parc an de Séi an
alles dat wat mäi Noper mir wärend Wochen a Méint all Dag beschriwwen huet?" „Mäi leiwen Här “ sot
d'Infirmière: ,, Huet hien iech net gesot, dass hie blann ass. Hie konnt d’Mauer mol net gesinn. Vläicht wollt en Iech
just e bëssen ermuddegen! “
Ass et net eng immens Freed aner kënne glécklech ze man, och wann ee selwer Schwieregkeeten huet oder
benodeelegt ass? Seet d'Spréchwuert net: Gedeeltent Leed, halleft Leed, gedeelte Freed, doubel Freed. Hutt Dir haut
schonn een encouragéiert? Dës Rubrik gouf iech präsentéiert vun de lëtzebuerger Bahâ'i, um Intemet ënnert
www.bahai.org .
83 Abdu’l-Bahâ, Deel 1/3
(keen Text do)
84 ’Abdu’l-Bahâ, Deel 2/3
84t Sendung, de 7ten an 8ten Dezember 2002. „Huel der e Beispill, sou solls d’et man “ hunn ech oft als Kand
héieren. A mengem jugendleche Liichtsënn war et fir mech normal Fotoen a Biller vu Santana, Deep Purple an dem
Frank Zappa an der Kummer ze hunn. Mee sou richteg Rollemodeller, Helden hat ech deemools keng. Als
1 Ruhi 2, p. 25-27
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 68 -
Jugendlechen dunn, op menger Sich no der Wourecht hunn ech e grousse Parcours vu Reliounen,
Liewensopfassungen a Philosophie gemaach. Mat den Hari Krishnaen zesumme gesongen, transzendental
Meditatioun probéiert, eise kathoulesche Glawen, de Buddhismus, den Islam haten al fir mech hir eegen Unzéiung
mat hiren Iwwerzeegungen, Dogmen a Ritualer. Op mengem Parcours sinn ech och de Bahâ'i hei zu Lëtzebuerg
iwwer de Wee gelaaf a Samschdes mëttes hu mir Texter iwwer de Fridden ausemee geholl. Et gouf awer och iwwer
d’Bahâ'i Geschicht geschwat. Eppes wat bei mir hä nk e bliwwen ass, war déi bal onméiglech Grausamkeet mat där
am Iran d’Bahâ'i hiert d’Liewe gelooss hunn, duerch Folterung a Quälung. Dat am spéide 19te Jorhonnert.
Aenzeieberichter no, goufen Dausende vun Unhänger vum Bâb, dem Virleefer vum Bahâ'i Glawen op grausaamst
Aart a Wie gefoltert a gequält, d’Broscht opgeschnidden a Käerzen dragestach, d’Haut vum Gesiicht lieweg
erofgezunn, fir iech eng Iddi ze ginn. Ech hu mech gefrot: Firwat kann e Mënsch dat iwwer sech ergoe loossen?
Wéi e Glaawe muss een hunn, fir sou eppes kënnen ze erdroen? Abee, 'Abdu'l-Bahâ, de Jong vu Bahâ'u'llâh ass ee
Personage an der Bahâ'igeschicht, deen immens vill Courage, Wäisheet a Léift gewisen huet. Hien ass 1921
verstuerwen, mat engem Begriefhiss vun iwwer 10.000 Leit am haitegen Israel a säi Mausoleeum gëtt haut vu
Millioune Leit zu Haifa um Bierg Carmel besicht. Hei eng Beschreiwung vum E.G. Browne, en Orientalist vu
Cambridge deen 'Abdu'l-Bahâ fir d’éischt 1890 begéint huet an e gutt kennegeléiert huet.
„Rarement un homme m ’a autant impressionné. Grand, bien bâti, se tenant droit comme un bâton, vëtu d’un turban
et de vëtements blancs, de longues boucles noires tombantpresque sur ses épaules, le front haut et bombé, signe
d’une d’une intelligence puissante, les yeux perqanls comme ceux d’un faucon, les traits marqués mais agréables,
tellefut mapremière impression de ‘Abbas Effendi, le Maitre, comme on l’appellejustement. On ne saurait, je
pense, rencontrer un hommeplus éloquent, plus prompt â la répartie, plus expressif plus intimementfamiliarisé
avec les livres sacrés des Juifs, des Chrétiens, et des Musulmans, mëme parmi ceux de sa race ou il ne manque pas
de gens éloquents, ouverts, et subtils. Devant ces qualités, alliées â une allure â la fois majestueuse et empreinte de
génie,j’ai cessé de m ’étonner de l’influence et de l’estime dont iljouissait mëme en dehors du cercle des disciples
de son père. Quiconque avait vu cet homme ne pouvait plus douter de sa grandeur et de son pouvoir. » 1
Säi Liewen ass eenzegaarteg an der Geschicht vun der Mënschheet. Wéi hie gelieft a gelidden huet, wou hien
iwwerall war a wat hien alles gemaach huet gesi mer an de nächsten Emissiounen.
85 Abdu’l-Bahâ, Deel 3/3
85t Sendung, de 14ten a 15ten Dezember 2002. Dat Wuert Bahâ'i gëtt et nach keng 200 Joer. Bahâ'u'llâh, Begrënner
vum Bahâ'i Glawen, huet an der zweeter Halschecht vum 19te Joerhonnert gelieft, am haitegen Iran. Déi sozial
Bedéngunge vun deemools ware sécher nach méi schlëmm wéi déi vun der Stellung vun der Fra am haitegen
Afghanistan. Bahâ'u'llâh koum do, wou Korruptioun an Awerglawen am gréisste waren. Wuel huet Bahâ'u'llâh, dee
méi wéi 40 Joer e Gefaangene war, sech duerch Bréiwer un de Poopst, un d’Kinnegen, un déi, déi un der Muecht
waren an un d’ganz Mënschheet geriicht. Mee et war säi Jong, 'Abdu'l-Bahâ, deen, wéi een haut géif soen, eng
immens Ëffentlechkeetsaarbecht an der westlecher Welt gemaach huet.
De Message vu Bahâ'u'llâh, mat sengem vigoureusen Appell fir eng nei mënschlech a friddlech Gesellschaft, dëse
Message gouf virun allem vun 'Abdu'l-Bahâ an der industrieller Welt verbreet a sou ass eng nei Generatioun vun
iwwerzeegte Gleewegen enstanen. Fir dass de Glawe sech iwwerall op der Welt verbreede sollt, huet 'Abdu'l-Bahâ e
Plang entworf. An enger ganzer Serie vu Bréiwer huet hie sech vir d’éischt un déi Gleeweg vu Nordamerika
adresséiert an huet se gefrot fir sech uechter d’Welt néierzeloosse fir de Bahâ'i Glawen a seng Grondsätz ze
verbreeden.
Wéi dunn den éischte Weltkrich ausgebrach ass, war 'Abdu'l-Bahâ nees am Hellege Land. A senge Messagen un de
Westen huet hie viru weideren Ausemanersetzunge gewarnt. Hien ass stänneg drop zréckkomm, wéi noutwenneg et
ass, eng Zort Weltfederatioun opzestelle fir en neie Krich ze vermeiden.
Wärend dem Krich huet 'Abdu'l-Bahâ seng Zäit domat verbruecht, déi Prinzipien unzewenden, vun deem säi Papp
an hir selwer geschwat hunn. Sou huet hien zum Beispill bei Tiberias e groussen Agrarprojet organiséiert. Dëse
Projet huet der Regioun eng grouss Rekolt vu Fruucht geliwwert; an dat an enger Zäit wou d’Populatioun vun
Honger gestuerwe wier. Nom Krich ass 'Abdu'l-Bahâ vun der britescher Regiemng fir seng Aktioun mam
Ritterkräiz ausgeszeechent ginn.
1921, am November den 28ten ass 'Abdu'l-Bahâ friddlech wärend sengem Schlof gestuerwen. Wéi sengem Papp,
goung et him drëm, d’Eenheet vum Bahâ'i Glawe bäizebehalen. Dofir huet e genee wéi Bahâ'u'llâh e kloert an
däitlecht Testament hannerlooss. Domat gëtt dat Bündniss wat säi Papp etabléiert hat, vervollstännegt. Am
1 Les Bahâ'is, un regardsur la communauté mondiale de la foi bahâ'ie. p.50
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 69 -
Testament designéiert 'Abdu'l-Bahâ den eeltste vu sengen Neveuen, Shoghi Effendi Rabbani als säi Nofolger, an
zwar als Guardian vum Bahâ'i Glawen, een deen de Bahâ'i Glawe beschütze soll. Bahâ'u'llâh hat dëse Gardiennat als
eng Institutioun virgesinn. Domat huet hien d’Autoritéit fir d’Bahâ'i Schrëften a Léiere kënnen ze interpretéieren. 1 2
86 De Bénévolat am Bahâ’t Glawen
86t Sendung, den 21ten an 22ten Dezember 2002. „Denkt ëmmer dorun, wéi der engem en Déngscht erweise kënnt“
„De Mënsch verbessert sech duerch dat wat e fräiwëlleg mécht an net duerch dat, wouzou e gezwonge gëtt. ...
Deelen ass eperséinlechen Akt vu Gerechtegkeet. ... Zu deene gréissten Déngschter déi een deem allmächtege Gott
maache kann gehéiert d’Erzéiung an d’Ausbildung vu Kanner. Dat sinn e puer vun den Zitater, déi een dëslescht
op der Foire vum Bénévolat liese konnt.
Iwwer 10000 Leit hu viru kuerzem d’Foire vum Bénévolat um Kirchbierg besicht. Offiziell ugefaang huet d’Foire
mat enger Feier wou d’Bahâ'i Gemeng sech och dru bedeelegt huet an dat zesummen mat deene verschiddenen
anere chrëschtleche Gemengen, der musleemescher an der jüddescher Gemeng.
Ëm déi 200 Organisatiounen déi a verschidde Beräicher vum Bénévolat schaffen hunn do hir Aktivitéite
präsentéiert. Als Fraenorganisatioun war d’Union luxembourgeoise des femmes bahâ'ies och invitéiert. Op hirem
Stand konnt ee passend Zitatiounen aus de Bahâ'i Schrëfte liesen; duerch Fotoen an enger multimedialer
Präsentatioun krut een e gudden Abléck an hir Aktivitéiten a méi speziell zu den Theme Gläichberechtegung vu
Mann a Fra an dem Déngscht un der Mënschheet. Um Stand konnt ee sech Publikatiounen zum Thema ukucken a
natierlech gouf et och Kaffi a Kuch. Extra flott um Stand war e Collage vun enger Kënschtlerin zum Thema
Bénévolat, wou jiddereen invitéiert war d’Konschtwierk duerch passent Zitatiounen op grénge Blieder ze
vervollstännegen. „D ’Âerd ass nëmmen ee Land an all seng Mënsche sinn hir Bierger“ war zum Beispill eent vun
den Zitater. De Collage gouf viru kuerzem am Bahâ'i Zenter an der Stad fir e gudden Zweck verkaf, an zwar fir eng
Schoul fir Meedercher an Tanzania, e Projet vu Unity Foundation, dee vum Ministère de la co-opération ënnerstëtzt
gëtt. Fir ofzeschléissen, nach e puer Zitater a Gedanken zum Thema aus de Bahâ'i Schrëften:
„ Wann e Mënsch sech mat aller Kraaft beméit, eng Wëssenschaft ze léieren oder sech an enger Konscht
ze vervollkommenen, dann ass dat esou wéi wann e Gott géif a Kierchen an Tempelen ubieden. ... Gott
huet eis Ae ginn, dass mer eis sollen an der Welt ëmkucken an alles dat festhalen, wat eis Kultur an eis
Liewenskonscht virubréngt. ... Léift zur Mënschheet an den Déngscht zu hirem Wuel sinn déi wäertvollst a
luewenswäertst Ziler vum mënschleche Striewen. ... Glawen ass e Magnéit, deen d’Bestätegung vu Gott unzitt.
Déngscht ass e Magnéit, deen himmlesch Kraaft unzitt. ... Gott ze déngen, heescht der Mënschheet déngen ...
Déngscht ass Gebiet. ... Dass all Moie besser ass wéi den Owend virdrun an all neien Dag méi räich wéi dee vu
gëschter. ... De Wäert vum Mënsch läit am Déngscht an an der Dugend, net am Prunk vun engem gudde Liewen an
am Räichtum. “
87 D’Bahä’I Hochzäit
87st Sendung, den 28ten a 29ten Dezember 2001. Dëser Deeg fënnt am Bahâ’i Zenter an der Stad eng Bahâ’i
Hochzäit statt. Aus dësem Grond haut e klengen Extrait aus de Bahâ’i Schrëften iwwer d’Bestietnes vum 'Abdu'l-
Bahâ op franséisch:
« Le lien qui unit le plus parfaitement les cosurs, c ’est la lovauté. Une fois unis, les vrais amoureux doivent montrer
l’un envers l’autre la plus grande fidélité. Vous devez consacrer vos connaissances, vos talents, votre fortune, votre
titre, votre corps et votre esprit â Dieu, â Bahâ ’u ’llâh et aussi l ’un â l ’autre ; Que votre cceur soit grand, aussi
grand que l’univers de Dieu. Ne permettez â aucune trace de jalousie de se glisser entre vous. Car la jalousie, tel
unpoison, corrompt l’essence mëme de l’amour. Nepermettezpas que les incidents éphémères et les évènements de
cette vie changeante soient une cause de rupture entre vous. Si des différents s ’élèvent, consultez-vous tous deux, de
crainte que d’autres ne transforment un petit rien en une montagne. Ne gardez en votre cceur aucun grief mais au
contraire, faites-vous part mutuellement de sa nature avec une telle franchise et une telle compréhension qu ’il
disparaisse sans laisser de souvenir. Choisissez la camaraderie et l’amitié, détournez-vous de la jalousie et de
l’hvpocrisie. Avez despensées élevées, des idéauxpleins de lumière, des dispositions spirituelles, afin que votre
âme devienne le lieu de l’aurore du Soleil de Réalité. Que vos coeurs soient semblables â deuxpurs miroirs reflétant
les étoiles du ciel de l’amour et de la beauté. Que vos aspirations nobles et spirituelles fassent l’objet de vos
entretiens. N’avez aucun secret l’unpour l’autre. Que votre demeure soit un refiuge de repos et de tranquillité.
1 aus: Les Bahâ'is, Un regard sur la communauté mondiale, p. 50-52
2 Abdu'l-Bahâ
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 70 -
Soyez hospitaliers, que la porte de votre maison s ’ouvre devant les amis et les étrangers. Accueillez tous les hötes
avec une grâce ravonnante, que chacun se sente chez lui. Nul ëtre mortel nepeut concevoir l’union et l’harmonie
que Dieu a destinées aux époux. Fortifiez constammentpar l’amour et l’affection l’arbre de votre union afin qu ’il
reste toujours verdoyant en toutes saisons, et qu ’il produise desfruits savoureux pour la guérison des nations. O,
bien-aimés de Dieu, que votre demeure soit comme une vision du paradis d’Abhâ, pour que tous ceux qui entrent
ressentent l’essence de la pureté et de l’harmonie et qu ’ils s ’écrient de tout leur coeur : « Voici la demeure de
l’Amour ! Voici lepalais de l’Amour ! Voici le nid de l’Amour ! Voici le jardin de l’Amour ! »
« Soyez comme deux oiseaux au chant mélodieux, perchés sur la plus haute branche de l’arbre de vie, remplissant
l’air de leurs gazouillements d’amour et d’extase. Déposez la base de votre affection au cceur mëme de votre ëtre
spirituel, au tréfonds de votre conscience, et ne permettezpas aux vents contraires de venir l’ébranler. Et quand
Dieu vous donnera des enfants doux et aimables, consacrez-vous â leur éducation et guidez-les afin qu ’ils
deviennent des fleurs impérissables dans le divin jardin de roses, des rossignols dans le paradis, des serviteurs de
l’humanité, en un mot, les fruits de l’arbre de votre vie. Vivez dans une telle harmonie que d’autres prennent votre
existence comme exemple en disant: «Regardez comme ils vivent, tels deux colombes dans un nid, dans une affinité,
une union et un parfait amour. C’est comme si, de toute éternité, Dieu avait pétri l’essence mëme de leur ëtre en
vue de leur amour mutuel: »Réalisez cet amour idéal auquel Dieu vous a destinés afin de participer immédiatement
â la vie éternelle ; Désaltérez-vous â la fontaine de Vérité. Que chaque jour de votre vie s ’écoule au paradis de
gloire, cueillant les fleurs immortelles du jardin des mvstères divins. Sovez l’un â l’autre comme des amoureux
célestes et des bien-aimés divins habitant un paradis d’amour. Voguez sur les mers sans rivage de l’amour. Soyez
fermes et constants dans le sentier de I’amour. Remplissez vos narines du parfum des fleurs d’amour. Accordez vos
oreilles aux mélodies enivrantes de l’amour. Que vos objectifs soient aussi généreux que les festins d’amour, et que
vosparoles soient comme une rangée deperles blanches de l’océan d’amour. Buvez largement de l’élixir d’amour
afin de vivre continuellement dans la réalité de l’amour divin. »
88 D’Bahä’i Hochzäit, en Témoignage vum Esther Zana-Nau (op Franséisch)
Do gëtt et keen Text.
89 E puer wichteg Datumer an der Bahä’i Geschicht
89st Sendung, den 1 lten an 12te Januar 2002. A groussen Zich kucke mer eis haut bal ee Joerhonnert Bahâ’i
Geschicht un.
Den lte März 1897 ass de Shoghi Effendi zu St Jean d’Accre am haitegen Israel op d’Welt komm. Hie gouf am
Testament vun ‘Abdu’l-Bahâ als Hidder vum Bahâ’i Glawen emannt. Als eng Institutioun ass Hien Interpret vun de
Bahâ’i Léieren. 1902 fänken d’Aarbechten um éischten Haus vun der Andacht zu Ashkhabad an Zentralasien un.
Den 1 lten August 1911 verléisst ‘Abdu’l-Bahâ de mëttleren Orient fir eng Visite vun dräianenhallef Méint zu
London an zu Paräis. De 4te September 1911 kënnt ‘Abdu’l-Bahâ zu London un. Den 1 lten Abrëll 1912 kënnt
‘Abdu’l-Bahâ zu New York un a bleift wärend 8 Méint an Amerika an a Kanada. De 27ten Abrëll 1920 gëtt
‘Abdu’l-Bahâ als Chevalier vun der britescher Regierung ausgezeechent. Den 28te November 1921 stierft ‘Abdu’l-
Bahâ. Säin Enkel gëtt Hidder vum Glawen. Den lOte Mee 1925 deklaréiert e Geriicht an Egypten dass d’Bahâ’i
Relioun eng onofhängeg Relioun ass. De 4te März 1929 genehmegt eng Resolutioun vum Conseil vun der Liga vun
den Natiounen d’Revendikatioun vun der Bahâ’icommunautéit iwwer d’Haus vu Bahâ'u'llâh zu Bagdad. Am März
1949 gëtt d’Bahâ’igemeng als eng Netregierungsorganisatioun bei de Vereenten Natiounen enregistréiert. Zwee
Méint drop integréiert d’kanadescht Parlament den Nationale Geeschtege Rot vun de Bahâ’i vu Kanada. Et ass dat
déi éischte Kéier dass de Bahâ’i Glawe vun engem souveräne Staat unerkannt gëtt. Den 2te Mee 1953 gëtt dat éischt
Haus vun der Andacht zu Wilmette, Illinois an de Vereenegte Staaten ageweit. De 4ten November 1957 stierft de
Shoghi Effendi zu London. Den 21 Abrëll 1963 gëtt d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet fir d’éischte Kéier
gewielt. 6000 Bahâ’i versammele sech zu London fir den éischte Bahâ’i Weltkongress. Am Mai 1970 kritt déi
intemational Bahâ’icommunautéit e berodende Status bei der ECOSOC, dem Conseil économique et social vun de
Vereente Natiounen. 1979 bréngt d’islamesch Revelotioun am Iran eng nei Well vu Verfollegunge géint
d’Bahâ’igemeng an deem Land mat sech. 1981 votéiert d’Souskommissioun vum Kampf géint diskriminatoresch
Moossnahmen an dem Schutz vun de Minoritéite vun der UNO eng Resolutioun fir d’Welt op d’Verfollegunge vun
de Bahâ’i am Iran drop opmierksam ze man. An deem Joer ginn 48 Bahâ’is am Iran doutgemaach. De 17te Juli
1982 ass de Sëtz vum Universalen Haus vun der Gerechtegkeet fäerdeg gebaut a gëtt do um Bierg Karmel zu Haifa
an Israel ageweit. 1985 beschäftegt d’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen sech fir d’éischt mat der
Situatioun vun de Bahâ’i am Iran a verurteelt den Iran fir Violatioun vun de Mënscherechter. Am October 85
verëffentlecht d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet «D’Verspieche vum Weltfridden », e Bréif un d’Vëlker
vun der Welt. Den 29te Mee 1992, hellegt Joer, fänkt mat enger Versammlung zu Haifa vun 3000 Bahâ’is aus 180
Länner un, déi koume fir den honnertjärege Gebuertsdag vum Doud vu Bahâ'u'llâh ze kommémoréieren. Vum 23te
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-71 -
bis zum 26ten November 92 hu sech ëm déi 30000 Bahâ’is zu New York fir den zweete Bahâ’i Weltkongress
zesummefonnt. Dee bis elo gréissten an diversifiéierste Bahâ’i Kongress iwwerhaapt. Vum 23te bis de 26te Mee hu
sech zu Haifa iwwer 3500 Bahâ’i aus all Land zesummefonnt an zwar fir d’Aweiung vun de Bahâ’i Gäert um Bierg
Karmel.
90 E Bléck op eng Weltgemeinschaft
90st Sendung, 18ten an 19te Januar 2002. Gegrënnt gouf de Bahâ’i Glawe virun annerhalwem Joerhonnert. Schnell
ass hien zu enger vun deene meeschte verbreete Relioune ginn. Mat méi wéi 6 Milliounen Unhänger, verdeelt an
iwwer 235 Länner an onofhängegen Territorien, ass dëse Glawen nom Chrëschtentum déi Relioun déi geographesch
gesinn, am meeschten op der Welt verbreet ass. Et fënnt ee Bahâ’i a méi wéi 121.000 Géigenden op der Welt. An
dës grouss Zuel beweist, wéivill si um Ideal vum Weltbiergertum festhalen.
An der Zesummestellung vun hire Membere gesäit een däitlech de Charakter vum Bahâ’i Glawen; souzesoen en
Echantillon vun der Mënschheet, gehéieren d’Bahâ’i praktesch alle Länner, ethnesche Gruppe, Kulturen, Beruffer,
sozialen an ekonomesche Klassen un. Si stellen iwwer 2100 Stämm an ethnesch Gruppen duer. Si bilden nëmmen
eng Gemeinschaft, ouni Fraktiounen an Trennungen. Mat all deem ass de Bahâ’i Glawe wahrscheinlech déi
organiséierst Grupp vu Leit op der Welt, déi zu gläich sou verschidden ass an am wäitste verspreet.
De Begrënner vum Bahâ’i Glawen ass Bahâ’u’llâh, en noble Perser, vun Teheran gebierteg, deen an der Mëtt vum
19te Joerhonnert, seng prënzlech Existenz vu Konfort, Luxus a Sécherheet opginn huet, fir e Liewe vu
Verfollegungen, Verbannungen an Entzéiungen. Bahâ’u’llâh sot, dass hie keen anere wier, wéi deen neie
Gottesoffenbarer. Säi Liewe, säi Wierk a säin Afloss kënne mat deene vun Abraham, Krishna, Moses, Zoroaster,
Buddha, Christus a Mohammed verglach ginn. An dëser Successioun ass Bahâ’u’llâh fir d’Bahâ’i dee jëngste vun
dëse Gottesboten.
D’zentraalt Thema vum deem wat Bahâ’u’llâh eis ze soen huet, ass d’Eenheet. Hien huet geléiert dass et nëmmen ee
Gott gëtt, eng mënschlech Rass an dass all d’Reliounen op der Welt Etappen duerstelle vun deem wat Gott fir
d’Mënschheet wëll. „Endlech “ sot hien „ass d’Mënschheet erwuess ginn. “ Sou wéi all d’Schrëfte vu fréier
prophezeit hunn, ass d’Zäit fir d’Vereenegung vun all de Völker an eng friddlech a gutt integréiert Weltgesellschaft
komm. Hien huet geschriwwen: „D ’Âerd ass nëmmen ee Land, an d’Mënschheet hir Bierger. “ Als déi jëngst vun
den onofhängege Relioune vun der Welt, ënnerscheet sech de Glawe dee vu Bahâ’u’llâh gegrënnt gouf vun deenen
anere Reliounen duerch e puer Aspekter. Déi Aspekter kucke mer eis an eisen nächsten Emissioune méi genee un.
Bis dohin nach alles Guddes!
91 De Bahä’i Glawen, déi jéngst vun den onofhängege Relioune vun der Welt
(keen Text)
92 Bahä’u’llâh; wéi Hien offenbaart huet, Deel 1/2
92st Sendung, lten an 2te Februar 2002. Am September 92 konnt een am britesche Museum eng Ausstellung mat
original Bahâ’i Manuskripte besiche goen. Dorënner waren och Texter vu Bahâ’u’llâh, dem Begrënner vun der
Bahâ’i Relioun. Wéi goufen d’Wierder vu Bahâ’u’llâh dann eigentlech konservéiert a versuergt? Eenzegaarteg bei
der Offenbarung vu Bahâ’u’llâh ass d’Authentizitéit vu sengem verkënnegte Wuert. Am Verglach mat de Léiere vu
Jesus zum Beispill, déi eréischt no Joerzéngten opgeschriwwe goufen nodeem se verkënnegt goufen, sinn d’Wierder
vu Bahâ’u’llâh direkt am Moment wou se offenbaart goufen, opgeschriwwen an op hir Echtheet gepréift ginn. De
Prozess vun der Offenbarung ass den Ausdrock dee Bahâ’u’llâh gebraucht fir d’Iwwerdroung vum Wuert Gottes ze
bezeechnen an ass an e puer historeschen Dokumenter beschriwwen.
Hei d’Beschreiwung vun engem Beobachter aus dëser Zäit: de perséinleche Sekretär vu Bahâ’u’llâh hat e grousst
Dëppche mat Tënt, sou grouss wéi eng Schossel. Dobäi louche bal eng Dose Schreiffiederen an e Koup Pabeier. An
där Zäit huet dem Bahâ’u’llâh säi Sekretär all säi Courier kritt. Hien huet him e gedroen an huet e mat senger
Erlabnes virgelies. Dann huet Bahâ’u’llâh him gesot e soll seng Schreiffieder huelen an als Äntwert dat
geoffenbaart Wuert opschreiwen. ... D’Schnellegkeet, mat där hien dat geoffenbaart Wuert opgeschriwwen huet war
därart, dass dat éischt Wuert knapps dréche war wann d’ganz Säit vollgeschriwwe war. D’Säit huet hemo so
ausgesinn, wéi wann een e Putsch Hoer an d’Tëntefaass gezapt hätt an hätt et dann iwwer d’ganz Säit geschmiert.
No all Offenbamng ass dat originaalt Manuskript da frësch geschriwwen ginn, alles ënnert der Opsicht a mam
Averständnes vu Bahâ’u’llâh.
Haut sinn all déi helleg Schrëfte vu Bahâ’u’llâh an déi vu sengem Jong 'Abdu’l-Bahâ zu Haifa um Bierg Karmel a
spezial Archiven ënnerbmecht, wou si mat deenen neitste wëssenschaftleche Methode konservéiert ginn. All déi
wichteg Texter, Bréiwer a Bicher sinn haut a ville Sproochen iwwersat. Bahâ’u’llâh, deen a Persie gelieft huet, huet
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 72 -
persesch an arabesch geschwat. Mir wäerten an eiser nächster Sendung e bësse méi iwwer säi Stil schwätzen a wéi
seng Schrëften iwwersat goufen. Zougänglech si Bahâ’i Texter haut iwwer elektronesch Medien direkt um Internet
op ville Plazen. Et geet duer eng Recherche ënner Bahâ Y Texter ze maachen. A ville Librairien a Bibliothéike fënnt
ee Literatur iwwer de Bahâ’i Glawen.
Zum Schluss e puer Zitater zum Nodenken aus de Bahâ’i Schrëften: „D ’Wuert vu Gott ass de Schlëssel vun der
ganzer Welt well seng Kraaft mécht d 'Diere vun den Häerzer vun de Mënschen op; Dieren déi a Wierklechkeet déi
vum Himmel sinn. ... Gitt iech eens a reduzéiert är Bewaffnungen, fir är Ausgaben ze verklengeren a fir ärem
Geescht an ärem Häerz Rou ze ginn. Bréngt äre Streidereien déi iech auserneebréngen en Heelmëttel an der
braucht dir iech nach just an deem Mooss ze verteidegen fir d’Beschützung vun äre Stied a Gebidder. “
93 Bahä’u’lläh; wéi Hien offenbaart huet, Deel 2/2
93st Sendung, 8ten a 9te Februar 2002. Ausser méi laang Wierker huet Bahâ’u’llâh eng grouss Zuel vu Bréiwer
geschriwwen, déi meeschtens u verschidde vu sengen Unhänger adresséiert waren. Hien huet selwer geschätzt dass
dës Sammlung vu Bréiwer iwwer 100 Bänn ausmécht. Bahâ’u’llâh huet op persesch an op arabesch geschriwwen an
huet dës zwou Sprooche mat enger aussergewéinlecher Liichtegkeet behersscht. Seng Schrëften zeechne sech
zudeem duerch hiren eegene Stil aus.
D’Essenz vu senge moralesche Léieren fënnt een an engem klenge Wierk mam Numm: „ Verborgene Worte“ eng
Zesummestellung vu poetesche Versen. Et fënnt een an deem Bichelchen eng Zesummefaassung vum etheschen a
spirituelle Message vun de groussen noeneefolgenden Offenbarunge vu Gott.
Dat wesentlescht vu Bahâ’u’llâh senger Doktrinn gëtt am Buch vun der Gewëssheet presentéiert. Do fënnt een dee
ganze gëttleche Plang; déi grouss Froen, déi nach vu jeehir am Häerz vum reliéise Liewe stoungen: Gott, d’Natur
vum Mënsch, de Sënn vum Liewen an d’Roll vun der Offenbarung.
Zu dem Bahâ’u’llâh seng mystesche Schrëfte gehéiert e klengt Wierk mam Numm: „Les 7 vallées “ An engem
poetesche Stil geschriwwen, beschreift Hien do d’Etappe vun der Rees vun der Séil um Wee bei hire Créateur.
Déi wichtegst vun all de Schrëfte vu Bahâ’u’llâh ass dat hellëgst Buch. Offenbaart gouf et wärend deenen
däischteren Deeg als Gefangenen zu St Jean-D’Acre. Dat hellegst Buch, e Schlësselwierk am Bahâ’i Glawen ass déi
Haaptzesummestellung vun de Gesetzer an Institutiounen déi Bahâ’u’llâh erschaf huet; an dat fir d’Weltuerdnung,
déi Hie prophezeit, opzestellen.
D’Iwwersetzung vun den hellege Schrëften an aner Sproochen ass fortlaafend. D’Critère vun der Iwwersetzung an
d’Englescht goufe vum Shoghi Effendi opgestallt. Hie war vun 1921 bis 57 un der Spëtzt vum Bahâ’i Glawen.
D’Iwwersetzunge vun dësem fréieren Oxford Student bezeien net nëmme vun enger perfekter Maitrise vum
Engleschen mee stellen och eng Autoritéit duer, wat d’Interpretatioun vun de Schrëften ubelaangt.
Et war net sou einfach, dass deen englesche Stil deen erhuewenen a geblummelechte Stil vum perseschen an
arabeschen, dee Bahâ’u’llâh benotzt huet, getrei iwwersetzt. Eng wahrhafteg Herausfuederung. Shoghi Effendi huet
eng al englesch Form gewielt, déi e bëssen der Versioun vun der „KingJames“ Bibel gläicht. An deem selwechte
Geescht huet hien och décidéiert de männleche Pronomen ze benotze fir vu Gott ze schwätzen - och wann et kloer
an de Schrëfte vu Bahâ’u’llâh ervirgeet, dass een Deem, deen eis erschaf huet, kee Geschlecht ka ginn. D’Resultat
ass e Stil deen tëschent deem modernen engleschen an dem arabeschen a persesche Stil läit, déi Sproochen an där
Bahâ’u’llâh sech ausgedréckt huet. Sou baséiert een sech haut och op dem Schoghi Effendi sengen Iwwersetzungen
an d’Englescht fir d’Iwwersetzung an aner europäesch Sproochen. Verschidden Extraiten aus dem Bahâ’u’llâh
senge Schrëfte sinn a méi wéi 800 Sproochen iwwersat.
94 D’Bezéiung mat eisem Glawen
94st Sendung, 15ten a 16te Februar 2002. An engem kuerze Bréif vergläicht 'Abdu’l-Bahâ d’Bezéiung déi mer mat
eisem Glawen hunn. Hie seet et ginn zwou Zorten déi ee sou vergläiche kann. Déi éischt ass déi vun enger Blumm
mam Gaart. Déi aner ass déi vum Sonnestral mat der Sonn. 'Abdu’l-Bahâ hofft dass eis Bezéiung mat eisem
Glawen esou ass wéi déi vum Sonnestral mat der Sonn. Firwat wuel? Gottseidank hëllefen eis oft Beispiller aus der
Natur fir geeschteg Prinzipie kënnen ze verstoen. Hei e puer Gedanken dozou.
Wann een d’Bezéiung mat eisem Glawen analiséiert a vergläicht kann ee soen: Als Blumm hunn ech de Gaart gär,
ech wuessen am Gaart, ech si stolz op mäi Gaart, ech hunn den Numm vu mengem Gaart. (Ech sinn e Bahâ’i, e
Chrëscht, e Mohamedaner, e Buddist an sou weider) Alles dat ass gutt. Wéi ass et da mam Sonnestral? Hie seet
genee dat selwecht. Ech komme vun der Sonn, ech si stolz op d’Sonn, ech si vun der Sonn ofhängeg an sou weider.
^ *
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-73 -
Awer wat passéiert wann een ee Sonnestral zesumme mat engem anere Sonnestral bréngt? Aus deenen zwee Strale
gëtt ee Sonnestral. Wann een awer zwou Blumme beieneebréngt, sinn dat ëmmer nach zwou Blummen.
Fir eist Zesummeliewen, op der Aarbecht, an der Famill, an eiser Berodung mat deenen aneren heescht dat, dass
eisen Ego bestoe bleift, also um Beispill vun der Blumm am Gaart: Si seet jo vläicht: Ech mengen ech si méi schéin
wéi déi aner Blummen, an ech richen och besser. Eisen Ego bleift ëmmer bei eis. Wa mer stierwen, wa mer eis
trennen, soe mer Äddi. Awer bis et esouwäit ass, bleift d’Déier an eis.
Kucke mer eis elo de Sonnestral un. De Sonnestral seet: Ech hu keen Numm, et ass egal. Ech hu keng Faarf, et ass
egal. Ech komme vun der Sonn. Mäin Job ass et der Sonn trei ze sinn and d’Luucht vun der Sonn ze droen an ze
vermëttelen. Dat ass meng Aarbecht a meng Aufgab. An ech maachen et. De Sonnestral ass sou reng dass wann s de
e Stull hëlls an du gees eraus wou d’Sonn ass, sees de: ech sëtzen an der Sonn. Natierlech sëtzs du net an der Sonn.
D’Sonn ass do uewen. Mee well de Sonnestral sou trei ass, so reng, huet et all d’Qualitéite vun der Sonn, sou dass
mir soen: ech sëtzen an der Sonn.
An da gëtt et nach eng Differenz tëschent der Blumm an dem Gaart an dem Sonnestral an der Sonn. D’Blumm déi
kritt nämlech andauernd. Si seet: Buedem, gëff mer gudde Buedem, gëff mer gutt Wasser, Luucht a Sonn. Ech wëll
méi Luucht. D’Blumm kritt déi ganzen Zäit. An de Sonnestral? Hie wëllt näischt, de Sonnestral gëtt an hëlleft der
Blumm wuessen. Eng grouss Differenz also tëschent deenen zwee. Wéi ass meng Bezéiung zu mengem Glawen?
Wéi d’Blumm par rapport zu hirem Gaart oder wéi de Sonnestral par rapport zu der Sonn? 1
95 Eise Kierper an eis Gesondheet
95st Sendung, 22ten a 23te Februar 2002. 1923 koum am Bahâ’i Verlag e Buch iwwer de Bahâ’i Glawen eraus,
„Bahâ ’u ’llâh an dat neit Zeitalter“, zesummegestallt vum Dr. Esslemont. Haut ass d’Buch an 58 Sproochen
iwwersat. Hei e puer Gedanken aus dem Buch zum Thema Gesondheet: 'Abdu’l-Bahâ seet: Sech Gott zouzewende
bréngt Heelung fir de Kierper, de Geescht an d’Séil. De mënschleche Kierper déngt engem zäitbegrenzten Zweck
bei der Entwécklung vun der Séil a wann de Kierper hiren Zweck erfëllt huet, gëtt en ofgeluecht. Genee sou wéi bei
der Eeerschuel, déi bei der Entwécklung vun engem Schippelchen engem zäitlechen Zweck déngt, a wann dësen
Zweck erfëllt ass, zerbrécht an ofgeluecht gëtt. De physesche Kierper ass net fäeg zur Onstierflechkeet, well en aus
Atomen a Molekülen opgebaut ass a wéi all Saachen, déi zesummegesat sinn, sech mat der Zäit opléist. Sou soll de
Kierper den Dénger vun der Séil sinn an net hiren Här. De Kierper soll soll mat Rücksicht behandelt ginn. Eis
physesch Gesondheet ass genee sou verbonnen mat eiser gedanklecher, sittlecher a geeschteger Gesondheet, wéi
och mam Wuel vum Eenzelnen an der Gemeinschaft vun onse Matmënschen, jo souguer mam Liewe vun den
Déieren an de Planzen. An Eent gëtt vun deem anere beaflosst.
'Abdu’l-Bahâ seet dass d’Spuersamkeet d’Grondlag vum mënschleche Wuel ass.Verschwendung ass fir jiddereen
eng onverzeilech Sënn. Mir duerfen ni op Käschte vun anere liewen. D’Gemitt vun engem zeffiddene Mënsch ass
ëmmer friddlech a säin Häerz ass roueg.
Iwwer d’Emährung seet 'Abdu’l-Bahâ dass an d’Zukunft d’Emährung aus Friichten a Getreide bestoe wäert. D’Zäit
wäert kommen, wou kee Fleesch méi giess gëtt. D’medezinesch Wëssenschaft stécht eréischt an hire Kannerschong.
Trotzdem huet si awer scho gewisen, dass eis natierlech Ernährung an deem besteet wat aus dem Buedem
erauswiesst. De Bahâ’i Glawe berout op Mässegung, net Asketentum. Sech de gudden a schéine Saachen am
materiellen a geeschtege Liewen ze erfreeën ass net nëmmen ugeroden mee eng Flicht. Loosst iech deem net
entgoen, zu deem der erschaf si gitt. An äre Gesiichter soll ee Begeeschterung a Freed fannen. Alles wat erschaf
gouf, ass fir de Mënsch do, den Höhepunkt vun der Schëpfung, an dofir soll e fir dat wat e kritt, dankbar sinn. All
déi materiell Saachen si fir eis do, sou dass mer duerch eis Dankbarkeet léieren, d’Liewen als e gëttlecht Geschenk
ze verstoen.
Propretéit, obschonn et eppes Stoffleches ass, huet e groussen Afloss op dat Geeschtegt. Wann de Mënsch e
propperen a renge Kierper besëtzt, huet dat genee sou en Afloss op säi Geescht.
Um Wee vun der Krankheetsverhiddung hätten déi relativ einfach hygienesch a sittlech Uweisunge vun de grousse
Prophete wéi Moses, Buddha, Christus, Mohammet oder Bahâ’u’llâh méi bewierkt wéi all d’Dokteren an déi
ëffentlech Gesondheetsvirschrëfte vun der Welt dat hätte kënnen. Souwäit e puer Gedanken zum Thema Kierper a
Gesondheet. 2
1 aus enger Uried vum HärAli Nakhjavani, August 2001 a Südafrika
2 Kapitel 7, BAHÂ'U'LLÂH UND DASNEUEZEITALTER J. E. ESSLEMONT, BAHÂ'l-Verlag
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
96 D’Faaschtenzäit
- 74 -
96t Sendung. Freideg den lte Mäerz 2002 um 5 vir halwer 7 owes a Samschdes moies den 2te virun 10 Auer.
D’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i. D’Thema vun haut: D’Faaschtenzäit. Um Mikro de Jean-Marie Nau. Bal all
d’Reliounen op der Welt leeë Wäert op d’Faaschten als e Mëttel fir sech spirituell ze rengegen. Sou zum Beispill
d’Musulmaner. All Joer, wärend 28 Deeg, iessen an drénke si näischt nom Sonnenopgank a virum
Sonnenënnergank. Sou fanne mer och an der Bibel, an de Kapitele sechs an néng vum Evangelium vum hellegen
Mattheus, dass Jesus seet, wéi wichteg d’Faaschten ass.
Bahâ'u'llâh, Begrënner vun der Bahâ’i Relioun invitéiert d’Bahâ’i daagsiwwer, an dat nom Sonnenopgank a bis nom
Sonnenënnergank, näischt ze iessen an näischt ze drénken. Dat wärend 19 Deeg, all Joer, tëschent dem 2ten an 20te
März. Dës Zäit gëtt einfach d’Faaschtenzäit genannt. Et soll eng Zäit sinn, wou den Eenzelnen virun allem méi Zäit
fënnt, iwwer säi geeschtege Fortschrëtt nozedenken. All Bahâ’i gëtt sech Méi, sech vu materielle Saache
lasszeloossen. Wärend der Faaschtenzäit ass et dann üblech, dass ee virun Sonnenopgank opsteet fir Kaffi ze
drénken an duemo ze bieden. Natierlech muss d’Gesondheet et engem erlaben ze faaschten. Schwanger Frae
brauchen net ze faaschten, genau sou wéi Jugendlech ënner 15 Joer oder Leit iwwer 70. D’Faaschten ass och net
néideg wann een op der Rees ass oder wann ee schwéier kierperlech schafft. Mee fir e gesonde Mënsch ass
d’Faaschten eng wonnerbar Erfamng, eng Entdeckungsrees zu de Wuerzele vu senger Existenz, eng Rees, vun där
ee méi räif a méi geeschteg zréckkënnt.
Wann ee faascht, fënnt een op eemol Zäit, déi een normalerweis mat Iessen an Drënke verbréngt. Et geet u mat der
Kaffispaus moies, d’Mëttegiessen natierlech an déi kleng Paus Mëttes. Et ass grad déi sou gewonnen Zäit déi ee
kann nëtzlech mat Meditatioun a Gebiet verbréngen. Frënn an Aarbechtskollege si virwëtzeg firwat een da faascht a
wat da Bahâ’i eigentlech ass. Déi éischt puer Deeg sinn oft am schwéiersten an da gëtt et méi einfach, an et winnt
een sech scho bal dmnn.
Mee et ass schonn eng Erausfuerdemng. D’Iessen an d’Drënken kritt och nees vill méi en héije Stellewäert, well
een sech wierklech op e Glas Waasser owes freeë kann. Interessant ass och, dass déi puer Deeg vimn der
Faaschtenzäit, also virum 2te März, besonnesch sinn. D’Bahâ’i sinn invitéiert, wärend deene véier, fënnef Deeg
besonnesch frou ze sinn. Oft gi Cadeaue gemaach, et geet een d’Famill a Frënn besichen an et mécht een eppes fir e
gudden Zweck. D’Faaschtenzäit hält den 2 lte Mäerz op. An dat ass d’Bahâ’i Neit Joer. Et ass och den Ufank vum
Fréijoer. Ofschléissend dës Gedanken aus de Bahâ’i Schrëften zum Thema Meditatioun: „Eng Stonn Nodenken ass
méi wäert wéi 70 Joer fromm Andacht. “ 1 Bahâ'u'llâh seet: „ Versenkt Iech an d’Mier vu Menge Wierder, dass dir
hir Geheimnisser ergrënne kënnt an all déi Pärele vu Wäisheet entdecke kënnt, déi an hiren Déifte verhuerge
leien. “ 1 2 Des Rubrik gouf Iech offréiert vun de lëtzebuerger Bahâ’i.
97 Wéi kann ech dat Bescht a mir selwer eraushuelen a kultivéieren?
97t Sendung, den 8ten an 9te Mäerz 2002. Dir sidd invitéiert: Hutt Dir iech schonn eemol gefrot; Wéi dir dat Bescht
aus iech selwer eraushuelen a kultivéiere kënnt? Wéi dir de Sënn vun ärem Liewen opspieren an erfëlle kënnt?
Wéi dir är Kanner zu enger Orientéiemng op ethesch Wäerter hin erzéie kënnt? Wéi dir effektiv an harmonesch mat
Erwuessenen a Kanner gläichermoosse kommunizéiere kënnt? Genau domat beschäftegt sech den Ethik-Atelier an
enger Rei vun interessanten an inspiréirende Sessioune fir Erwuessener. D’Material fir den Atelier liwwert d’Buch:
The familv virtues guide, D 'Buch vun den Dugende fir d’ganz Famill, e kreatiivt a praxisorientéiert Buch zu den
ethesche Wäerter am Alldag. Am Atelier gëtt draus gelies an diskutéiert, wéi zum Beispill iwwer Takt, Respekt,
Gerechtegkeet, Selbstsécherheet, Héiflechkeet, Mutt a Rücksicht. Zesumme ginn iwwer Beispiller a Situatiounen
aus dem Alldaag beroden. Doduerch entsteet e Vertrauen mat der Sprooch vun den Dugenden, déi eis Fäegkeet
fërdert, e positiven an ermuddegenden Afloss op déi ronderëm eis ze hunn an déi eis selwer bei eiser eegener Ethik
ënnerstëtzt. Wann dat iech interesséiert, dat kommt einfach bis laanscht a maacht mat: Dëse Samschdeg, den 9te
Mäerz an de Samschdeg drop de 16te Mäerz um 4 Auer an der Stad am Bahâ’i Zenter.
Déi, déi sech interesséieren, gi sech zweemol am Mount Rendez-vous, an dat Samschdesmëttes, wärend de
Kannerklassen am Bahâ’i Zenter. Duerch den Atelier féiert d’Marion Gottardi. Organiséiert ginn dës Atelieeën vum
Familljekommittee vun de lëtzebuerger Bahâ’i. Fir iech e bëssen Appetit op dës Atelieren ze ginn, hei e puer Iddien
aus dem Buch: Wie sinn eis Kanner eigentlech wierklech? Déi geeschteg Natur vu Kanner. Wat Kanner sinn a wat
se net sinn. Geet Léift aleng dann net duer? Wat sollen d’Elteren da man?
D’Elteren als Erzéier: wéi een erzéierbar Momenter erkenne kann. Wat soll ee maache wann eist Kand eppes
wierklech Schlëmmes gemaach huet. En Erzéier sinn, kee Priedeger. D’Sprooch vun den Dugenden an d’Kraaft vun
1 Bahâ'u'lläh, Buch der Gewissheit, s.157
2 Bahâ'u'llâh,Ährenlese, 70:2
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 75 -
der Sprooch erkennen. Wann eist d’Kand sech net gutt beholl huet, vun deem schwätze wat geschitt ass, net vun
deem deen et gemaach huet.
D’Elteren als Autoritéit: kloer Grenze setzen, Familljereegelen opstellen; dem Kand a senge Grenzen verschidde
Méiglechkeete ginn. Beispill: Wann et heescht an d’Bett goen, ass et bal eng Topechkeet ze froen: „ Wëlls de an
d’Bett goen?“ Eng Altemativ ass déi hei: „Karin, Zäitfir an d'Bett. Wëlls de haut d’Geschicht héieren, déi mer
gëschter gelies hunn oder eng nei? “
Zum Thema Disziplin ginn e puer Reegele am Kader vun der Famill proposéiert: Kanner déi léieren, méi
verantwortlech ze handelen, kënnen och méi Fräiheet kréien. Wann et ëm d’Sécherheet geet, muss einfach gefollegt
ginn. D’Méi vun engem Kand soll ëmmer unerkannt ginn.
98 The family virtues guide, d’Buch vun den Dugende fir d’ganz Famill
98t Sendung, de 15ten a 16te Mäerz 2002. An eiser leschter Emissioun hu mer eis gefrot: Wéi kann ech dat Bescht
aus mir selwer eraushueln a kultivéieren? Wéi ech de Sënn vu mengem Eiewen opspieren an erfëlle kann a wéi ech
meng Kanner zu enger Orientéiemng op ethesch Wäerter hin erzéie kann? Äntwerten op dës Froe kréie mer am
Buch: The familv virtues guide, D 'Buch vun den Dugende fir d’ganz Famill, e kreatiivt a praxisorientéiert Buch zu
den ethesche Wäerter am Alldag.
Véier grouss Rolle spillen d’Elteren dobäi: als Erzéier, als Autoritéit, als Guide an als Beroder. Als Guide oder een
deen de Wee weist kënnen d’Elteren hir praktesch Fäegkeeten a Kenntnisser mat hire Kanner deelen. Sief dat fir an
de Garage oder an der Kichen eng Hand unzepaken. Eng wonnerbar Geleeënheet fir d’Kanner ze luewen an eng
Plaz wou si hir Talenter a Fäegkeeten entdecke kënnen.
Et ass wichteg dass d’Kanner Geschichten iwwer hir Famill erzielt kréien, sou zum Beispill wärend dem Iessen. Do
sollen si och d’Méigléchkeet hunn, hir eege Geschichten ze erzielen, hir Dreem a Wënsch. Engem Kand
nolauschteren heescht dass et als eng Persoun respektéiert a geéiert gëtt. Situatioune wou eppes erzielt gëtt solle
benotzt ginn fir zum Beispill déi jeeweileg Dugend a Qualitéit ze fannen.
D’Kanner an d’Elteren sollten sech reegelméisseg e bëssen Zäit huelen fir zesummen ze meditéieren; eng Zäit zum
rouegen Nodenken an zum Gebiet. Ideal dozou sinn ausgewielten Texter aus de Bahâ’i Schrëften oder aner hellegen
Texter. Duemo soll jiddereen d’Méiglechkeet kréien, ze soen, wéi hien oder hatt déi Zäit zur Besënnung fonnt huet.
Kanner si vun Natur aus mystesch veranlagt. Si schätzen speziell Geleeënheeten a gewësse Ritualer genee sou oder
nach méi wéi déi Erwuessen. Den Ufank vun der Pubertéit, de Wiessel vun der Kandheet zum Erwuessene ka vun
den Eltere bewosst gefeiert ginn, zum Beispill an deem een hinnen een Owend freien Ausgank gëtt, dat an der Natur
fir dat se kënnen iwwer dat nodenken wat an hinne virgeet; oder e spezielle Cadeau fir ervirzehiewen, wéi eng
grouss Roll sou Changementer an eisem Liewe spillen.
Et ass wichteg dass mer eise Kanner hëllefe kënnen eng Bezéiung opzebauen mat deem, deen eis erschaf huet. Am
Buch vun den Dugenden, aus deem déi hei Gedanke kommen gëtt et eng ganz einfach Approche zu Gott, an dat
zesumme mat enger Rei vun Dugenden. Gott gëtt beschriwwen als een, deen eis gär huet, een deen nëmmen dat
Bescht fir eis wëll an och dat bescht vun eis wëll; een deem mir vertraue kënnen an een deen et fäerdeg bréngt, sech
ëm eis an eis Problemer ze këmmeren. Wa fir eis d’Bezéiung mat Gott eng zentral Roll an eisem Liewe spillt, dann
ass et och nëmmen normal dass mer eis Kanner motivéieren geeschteg ze wuessen, an zwar duerch d’däglecht
Gebiet, Meditatioun an de Respekt fir d’Natur. Wann dës Themen iech uspriechen, da maacht mat am Atelier vum
Familljekommittee vun de lëtzebuerger Bahâ’i; an dat dëse Samschdeg, de 16te Mäerz um véier Auer an der Stad
am Bahâ’i Zenter. Duerch den Atelier féiert d’Marion Gottardi. Organiséiert ginn dës Ateliere vum
Familljekommittee vun de lëtzebuerger Bahâ’i.
99 Déi däitsch Bahä’I Internetsäit
99t Sendung, den 22ten an 23te Mäerz 2002. Haut héiert dir eis 99st Sendung um Radio ARA. Dës Woch hunn
d’Bahâ’i aus aller Welt, Ronn sechs Milliounen, also eng Persoun vun 1000 op der Welt, hiert neit Joer gefeiert. Am
Bahâ’i Zäitalter ass dat d’Joer 159 wat mam 21ste Mäerz ufänkt, den Ufank vum Fréijor.
Vun Zäit zu Zäit kucken ech am Internet wat et alles Neies gëtt zum Thema Relioun an natierlech iwwer de Bahâ’i
Glawen. Ech kann iech nëmmen encouragéieren datselwecht ze probéieren. Entweder mat enger Sichmaschinn wéi
google oder an deem der einfach eng Address agitt. Sou zum Beispill www.bahai.de fir Däitschland oder
www.bahai.lu fir Lëtzebuerg. Do fannt dir normalerweis déi offiziell Säit vun der Bahâ’i Gemeng aus dem
jeeweilege Land. Op der däitscher Säit huet sech munches verbessert. Sou gëtt et do elo eng flott Säit mat Froen a
kuerz Äntwerten. Hei e puer vun dëse Froen an Äntwerten:
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 76 -
Wat ass dat e Bahâ’i? Bahâ’i nennnen sech déi Mënschen, déi hiert d’Liewen nom Reliounsstëfter Bahâ’u’llâh
gestalten; genee sou wéi d’Unhänger vum Jesus Christus sech Chrëschte nennen. Bahâ’u’llâh huet vun 1817 bis
1892 gelieft. Haut ginn et ca. 6 Millioune Bahâ’i a liewen an allen Deeler vun der Welt. De Bahâ’i Glawen ass déi
jénkst Weltrelioun.
Ass d’Bahâ’l Relioun eng Sekt vum Islam? Da kann een och froen: Kann d’Chrëschtentum eng Sekt vum
Juddentum genannt ginn? Gott wäert ni ophalen, sech de Mënschen ze offenbaren. So ass d’Chrëschtentum an der
jüddescher Gemeng entstanen, aus jüddesche Wuerzelen. Dat selwecht gëllt och fir de Bahâ’i Glawen a seng
islamesch Originen. D’Bahâ’i Gemengen setzen sech haut aus Leit zesummen, déi aus ganz verschidde reliéisen
Traditioune kommen a schaffen zesumme fir eng besser Welt.
Wat ass da besonnesch un der Bahâ’i Relioun? De Bahâ’i Glawe bekennt sech zu de grondleeënde Wourechten, wéi
se vun de Begrënner vun all de grousse Glawensbekenntnisser vun der Welt geléiert goufen. Si hunn all geléiert,
dass d’Relioun d’Grondlag vu wierklecher Kultur a reellem Fortschrëtt ass. Besonnesch ass bei der Bahâ’i Relioun,
dass si e Plang fir eng Weltuerdnung an eng Weltkultur huet. Hir Institutiounen si gëttlecher Natur, well si direkt an
den offenbaarte Schrëfte vu Bahâ’u’llâh ze fanne sinn. Domat ass et fir eis méi einfach um Weltfridde
matzeschaffen.
Eng Fro, déi bei eis oft gestallt gëtt: Wéi steet d’Bahâ’i Relioun zum Chrëschtentum? D’Uleies vu Bahâ’u’llâh ass
genee dat selwecht wéi dat vu Christus. Ass déi selwecht Grondlag. Alle beid si si Fréijorszäiten an Zäite vu
séilenerfrëschender Beliewung an d’Ursaach vun der Ernrierung vum Liewe vun der Mënschheet.
D’Fréijoer vun dësem Joer ass dat selwecht Fréijoer vum Joer virdrun. D’Originen an d’Ziler sinn déi selwecht.
D’Léiere vu Bahâ’u’llâh hunn déi selwecht grondleeënd Prinzipien, awer si sinn der Etapp vun der Maturitéit vun
eiser mënschlecher Gesellschaft an de Besoine vun eisem Zäitalter ugepasst.
Wéi ginn d’Bahâ’i Léieren da verbreet? Well et an der Bahâ’l Relioun keng berufflech Geeschtlech oder
Enseignante gëtt, léiert jiddereen duerch säi Verhalen a säi Virbild a verbreet sou de Message senge Fäegkeeten no
an dat an Zesummenaarbecht mat de jeeweilegen Institutiounen. An dësem Zäitalter, wou ëmmer méi Mënschen op
der Welt an de Genoss vun Erzéiung a Bildung kommen, ass eng berufflech Geeschtlechkeet, déi fréier déi eenzeg
Quell vu reliéiser Beléierung an Ausleeung war, neméi néideg. Alles Gudds a bis d’nächst Woch wënscht iech äre
Jean-Marie.
100 Wéi ass d’Bahâ’I Relioun entstan?
100t Sendung, den 29ten an 30te Mäerz 2002. D’Bahâ’i Relioun huet hiren Ursprong a Persien am Joer 1844.
Wichteg ass et fir hei déi dräi zentral Personagen kuerz ze ernimmen. Déi éischt ass de Geschäftsmann Mirza Ali
Muhammad. Hien huet sech de Bâb, op Lëtzebuergesch eng Dier genannt an huet vun 1819-1850 gelieft. Mat
dësem Numm vun enger Dier, enger Paart oder Agank, wollt Hien och den Zweck vu senger Missioun ervirhiewen;
anzwar de Wee virzebereeden. A senge Léieren huet Hie verkënnegt, dass no sengem Doud den Erzéier vun der
ganzer Mënschheet erschénge géif. No sechs Joer ass Hien als Märtyrer de 9te Juli 1850 gestuewen.
Déi eigentlech Zentralfigur ass Bahâ’u’llâh. Säi Gebuertsnumm ass Mirza Husayn Ali an Hien huet vun 1817-1892
gelieft. 1863 huet Hien ëffentlech erkläert, dass Hien dee wär, deen an allen hellege Bicher prophezeit gouf. An
Him gesinn d’Bahâ’i d’Verkierperung vun dëse Prophezeiungen an och d’Zréc kk omme vu Christus „an der
Herrlechkeet vum Papp
Un drëtter Stell ass Abbas Effendi, dee vun 1844-1921 gelieft huet. Et ass deen eelste Jong vu Bahâ’u’llâh a säin
Titel ass 'Abdu'l-Bahâ, wat souvill heescht wéi Dénger vu Bahâ’u’llâh. Mat néng Joer scho gouf Hien zesumme mat
sengem Papp aus sengem Land verbannt. No enger Gefaangeschaft wéinst sengem Glawe vu méi wéi fofzeg Joer,
ass hien an der Welt gereest fir Virträg iwwer de Glawe vu sengem Papp ze halen. An dat an Afrika, Europa a
Nordamerika. Säi Liewen als Bahâ’i war beispillhaft an d’Geschicht vu sengem Liewen kaptivéiert haut d’Häerzer
an de Verstand vu Milliounen. Ëmmer erëm ginn nei Bicher iwwer säi Liewe verëffentlecht an Historiker studéiere
säi Liewen an den Universitéiten.
A sengem Testament huet Hie säin Enkel Shoghi Effendi zum Hidder vum Bahâ’i Glawen ernannt, der héchster
Autoritéit vun de Bahâ’i. Shoghi Effendi ass 1957 gestuewen. No de Verfügunge vun de Schrëfte vu Bahâ’u’llâh,
dem Begrënner, gouf dunn dat éischt „ UniversaaltHaus vun der Gerechtegkeet“ gewielt; Un dëser Wal hu sech déi
national Kierperschafte bedeelegt, an dat aus allen Deeler vun der Welt. Dëst héchst Verwaltungkierperschaft vum
Glawen huet hire Sëtz zu Haifa an Israel. Déi national Kierperschaft zu Lëtzebuerg huet hire Sëtz am Bahâ’i Zenter
an der Stad, an dat an der Allée Léopold Goebel. Dir fannt Bahâ’i am Telefonsbuch an um Intemet ënnert
www.bahai.lu.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 77 -
101 Geschicht: De Kinnek a seng véier Fraen
101t Sendung, de 5ten a 6ten Abrëll 2002. Haut hunn ech eng Geschicht fir Iech. Ech hu se an de Bahâ’i Neiegkeete
vu Nice op der Cöte d’Azur fonnt: Et war eemol e Kinnek deen hat véier Fraen mat deenen hie bestuet war. Déi
véiert Fra war déi mat där hien am meeschte frou war a fir déi hien alles gemaach hätt. Seng drëtt Fra hat hien och
ganz gär. Mat hir ass hien oft a ffiem Länner gereest, mee hien huet awer missen op si oppassen an hien huet gefaart
dass si hie géing vläicht fir en anere Mann verloossen. Seng zweet Fra war immens léif a war ëmmer fir hien do
wann hie si gebrauch huet oder wann hien a Schwieregkeete war. Wat elo seng éischt Fra ubelaangt, sou huet de
Kinnek si komplett ignoréiert, obscho si hie vu ganzem Häerze gär hat. Enges Daags ass de Kinnek schwéier krank
ginn an hie wosst dass hie gläich huet misse stierwen. Deen Dag ass et him bewosst ginn, dass obschonns hien e
Liewe vu Luxus a Räichtum hat an dat mat senge véier Fraen, hie sech dach awer op eemol ganz aleng géif
erëmfannen. Dorops hinn huet hie seng véiert Fra geruff an hir gesot: J)ech hat ech iwwer alles gär, hunn dir déi
schéinste Kleeder geschenkt an déi deierst Diamanten. Wëlls du elo mat mir kommen, elo wou ech stierwen? “ „Dat
kënnt guer net a Fro, huet si geäntwert, éier si séier fort war ». Dës Äntwert war fir de Kinnek wéi e Messerstach
an d’Häerz. Zu déifst traureg huet hien du seng drëtt Fra gefrot: „ Dech hat ech mäi ganzt Liewe gär, wëlls du elo
mat mir goen, elo wou ech stierwen? “ „Nee “ huet si geäntwert, „ d ’Liewen ass einfach ze vill schéin, ech wëll dës
Geleeënheet notzefir mech erëm ze bestueden “. Dem Kinnek säin Häerz ass lues e lues ëmmer méi kal an traureg
ginn. Also stellt hie senger zweeter Fra déi selwecht Fro: „Du wars ëmmer do wann ech dech gebraucht hunn, wëlls
du elo mat mir goen, elo wou ech stierwen? “ „Et deet mir leed, sot si, dat eenzegt wat ech maache kann, ass mat dir
bis bei däi Graf goen. » Total fäerdeg an um Buedem héiert de Kinnek eng Stëmm, déi him seet: „Ech, ech gi mat
der, ech ginn do wou s du geess “. Hien huet eropgekuckt an huet seng éischt Fra gesinn, sou goureg dass een
d’Rëpper ziele konnt. Hie war sou traureg wéi e seng Fra esou gesinn huet an et huet him sou leed gedoen, dass hie
sech net besser ëm si gekëmmert huet.
D’Moral vun der Geschicht: An eisem Liewen hu mir och 4 Fraen: Déi véiert ass eise Kierper. Obscho mir him all
eis Zäit an Energie ginn, loosse mir en awer hei wa mir stierwen. Déi drëtt, dat sinn all eis materiell Saachen, eise
Rang an der Gesellschaft an eist Geld. Och si verschwanne ganz séier. Déi zweet ass eis Famill an eis Frënn.
Obscho si eis trei sinn, kënne si eis am beschte Fall nëmme bis mat op eist d’Graf begleeden. Awer déi éischt, dat
ass eis Séil, déi, déi mir sou oft vernoléissegen. An awer ass si déi eenzeg déi iwwerall mat eis geet an ëmmer bei
eis bleift. Duerfir solle mir eis gutt ëm si bekëmmeren, si kultivéieren, hir ze iesse ginn, si stäerken, si schätzen, sou
laang nach Zäit ass! Dass si dach ewéi 1000 Feiere blénkt an d’Liewe vun deenen aneren mat Liicht fëllt!
102 Wëssenschaft a Moral
102t Sendung, den 12ten an 13ten Abrëll 2002. D’international Bahâ’icommunautéit huet eng flott Intemetsäit mat
Neiegkeeten aus aller Welt. Dir fannt de Site ënnert: www.bahaiworldnews.org .
Hei eng vun de leschten Neiegkeeten: Eng eenzegaarteg Konferenz zu London ënnersicht den Zesummenhang
tëschent der Wëssenschaft an der Moral. Gëtt et eng wëssenschaftelch Basis fir d’Moral? Gëtt et an eisem Gehir eng
Plaz wou d’Kapazitéit fir Moral ass? Dat ware just zwou vun de Froen, déi eis zum Iwerleeën uregen an dat op der
Konferenz mam Thema Wëssenschaft a Moral, den 8ten an 9te Febmar zu London.
D’Konferenz gouf vum Chimrg Graham Walker organiséiert an dat am Royal College of Physicians, Regents Park.
„Iwwerall wou een hikuckt, no bannen oder no baussen, fënnt ee Konflikt, a meeschtens wéinst der moralescher
Villfaltegkeet. Eng Villfaltegkeet vu moralesche Wäerter, déi doduerch entsteet well mer d’Liewe mat all senge
Problemer aus verschidde Perspektive gesinn, sief et wéinst der Kultur aus der mer kommen, sief et wéinst der
Relioun mat där mer opgewuess sinn oder sief et wéinst eisem Alter. “ So sot den Dr Walker, e renoméierten Kapp
an Halschirurg an e Member vun der Bahâ’igemeng. Fir dass mer dëse Konflikt eliminéiere kënnen, musse mer fir
d’éischt eng gemeinsam Basis fannen.
Iwwer 60 Delegéiert, déi medezinesch, wëssenschaftlech a philosophesch Diszipline vertrieden, hunn un der
Konferenz deelgeholl. Ënnert de Konferenziere waren den Ian Craig, e weltrenoméierte Spezialist an der
Zyklogenetik vum Psychiatreschen Institut zu London, d’Baroness Susan Greenfield, eng Professorin vun der
Neuropharmakologie op der Uni zu Oxford, den Hossein Danesh, Psychiatrieprofesser a Präsident vun der
intemationaler Uni zu Landegg an der Schwäiz.
D’Konferenz war historesch well se weltwäit respektéiert Wëssenschaftler a Philosophen zesummebmecht huet, fir
op eng éierlech, offen a ffëndlech Aart a Weis no de biologeschen, psychologeschen a soziale Faktoren ze sichen,
déi anscheinend fir eng gesond moralesch Entwécklung verantwortlech sinn.
Am Mëttelpunkt vun der Konferenz huet den Dr Danesch d’Relatioun vun der Wëssenschaft, der Relioun an der
Ethik behandelt. Seng Thèse ass déi dass d’Mënschheet amgaang ass vun enger op sech selwer zentréierter,
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 78 -
iwwerliewensorientéierender Basis zu enger friddlech orientéierenter Zukunft histéiert. Vu dass jiddereen an all
Gesellschaft engem universale Gesetz vun Entwécklung a Progrès ënnerworf ass, ass et eis méiglech, dräi
Opfaassunge vun der Welt ze erkennen, déi méi oder manner an all mënschleche Gesellschafte präsent sinn. Dës
Opfaassunge vun der Welt spigelen dräi Phasen an der Entwécklung vum Eenzelnen a vun der Gesellschaft erëm:
eng Phase vum Iwwerliewen; eng Phase vun der Identitéit an eng Phase wou de Fridden am Mëttelpunkt vun der
Weltopfaassung steet.
D’Thèse vun der Baronin Greenfeld huet zu villen Diskussiounen ugereegt. Si mengt dass et keng spezifesch Plaz
am Gehir gëtt wou sech d’Kapazitéit zur Moral befënnt, mee dass et éischter mat Liewenserfahrungen a Genetik ze
dinn huet.
Den Dr. Walker sot dass hien dës Konferenz organiséiert huet well hien de Bahâ’i Glawe praktizéiert. Obschonn
den Zesummenhang vu Relioun a Wëssenschaft net eenzegaarteg am Bahâ’i Glawen ass, ass et trotzdem e staarke
Grondsaz. A wann et wierklech en Zesummenhang tëschent Wëssenschaft a Relioun gëtt, da gehéieren dozou och
Konzepter wéi Spiritualitéit an Moral, ee vun den Haaptstäiler vun der Relioun.
103 Ëffentlech Unerkennung vum Glawen
103t Sendung, den 19ten an 20ten Abrëll 2002. Dëse Weekend feiere Bahâ’i iwwerall op der Welt d’Deklaratioun
vun hirem Begrënner, Bahâ’u’llâh, an dat all Joer, den 21sten Abrëll. E Mount virdrun, den 21ste Mäerz hu sechs
Millioune Bahâ’i hiert neit Joer gefeiert. Ëmmer méi interesséiert d’Ëffentlechkeet sech fir dat wat
d’Bahâ’icommunautéit an der Welt mécht. Hei elo puer Beispiller vun ëffentlecher Unerkennung bei eis an an
Europa: Aus Uleies vum Bahâ’i Neie Joer huet de britësche Premier Tony Blair de Bahâ’i a Groussbritannien dëse
Message geschéckt:
« J’ai une vision claire d’une Grande-Bretagne multiculturelle dans laquelle la contribution de chaque
Communauté ethnique, culturelle et religieuse sera mise en valeur. Je suis déterminé ä faire en sorte qu’ily ait une
société vraiment dynamique, dans laquelle des peuples d’origine ethnique, culturelle et religieuse différente
puissent vivre et travailler ensemble, tout en conservant leur identité distinctive, dans une atmosphère de respect et
de compréhension mutuels.
Les Bahâ'is britanniques font une contribution significative dans le sens de la réalisation de cette vision et, grâce â
cela, nous sommes un pays plus fort et meilleur. II est particulièrement important que nous célébrions la
contribution de la Foi Bahâ’ie â la stabilité et â laprospérité de la Société britannique tout entière.
Je suis extrëmement encouragépar la vision de la Communauté Bahâ'ie qui reconnait lepouvoir du dialogue inter-
religieux et l’importance que tous les citovenspuissent faire épanouir leurpotentialité.
Votre Communauté a une vitalité qui a été bien démontréepar l’inauguration récente des Jardins Bahâ'is sur le
Mont Carmel [en Terre Sainte]. C’est un remarquable témoignage de votre foi I» [ Signé : ] Tony BLAIR
An Nordirland huet de Premier David Trimble a säin Deputy de Mark Durkan de Bahâ’i dëse Message geschéckt:
Message from the First Minister and Deputy First Minister: We are committed to the development of a fair, equal
and inclusive society in Northern Ireland, where all the people in Northern Ireland, regardless of their race or
religion, live and workpeacefullv side bv side in an atmosphere of mutual respect and understanding. We believe
that this vision sits well alongside the Baha'i belief that humanity is one single family. We congratulateyou on the
contribution the Baha'i community has made through activities, vour participation in initiatives such as the
Northern Ireland Inter-Faith Forum and interaction with local community and voluntary groups, which will help
thepeople ofNorthern Ireland make this vision a reality. We wishvou well on the occasion of the Baha'i New Year
and look forward to working alongside the Baha'i community in the future as we all strive to achieve our shared
vision of a better societv for all the people in Northern Ireland.
[signed] Rt Hon David Trimble MP MLA [signed] Mark Durkan MLA
Bei eis am Familljeministère huet d’FamilljeministEsch d’Madame Marie Josée Jacobs d’Union luxembourgeoise
des Femmes Bahâ ’ies empfaang fir hinne merci ze soe fir d’Donation vun engem Collage vun hirem Stand bei der
Feier vum internationalem Joer vum Bénévolat. Dëst Konschtwierk huet elo seng Plaz am Familljeministère fonnt a
gouf virdrunn am Bahâ’i Zenter versteigert an dat fir eng Schoul an Tanzania, engem Projet dee vun der Unity
Foundation an dem Kooperatiounsministère ënnerstëtzt gëtt.
Réception au Ministère de la Famille : Le 25 mars demier, Madame Marie Josée Jacobs, ministre de la Famille, de
la Jeunesse et de la Promotion féminine avait invité l’Union Luxembourgeoise des Femmes Baha’ies â une
réception pour la remercier de la donation d’un collage créé par une artiste non baha’ie et réalisé avec le concours
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 79 -
de nombreuses personnes qui avaient visité le stand de l’Union Luxembourgeoise des Femmes Baha’ies lors de la
célébration de clöture de l’Année intemationale du Bénévolat.
Cette ceuvre d’art, qui a trouvé sa place au Ministère de la Famille, a été au préalable vendu aux enchers au Centre
baha’i au profit de FEcole Ruaha en Tanzanie, projet soutenu par Unity Foundation en coopération avec le
Ministère de la Coopération.
Lors de la réception Madame Marie Josée Jacobs soulignait les activités des femmes bahâ’ies et la bonne relation
qui existe entre son Ministère et les femmes bahâ’ies. En présence de quelque dix joumalistes, elle exprimait son
souhait que cette bonne relation puisse continuer â Favenir. La réception a été mentionnée dans trois des principaux
joumaux, dont le Luxemburger Wort et a conduit â un reportage de six minutes par RTL télévision de notre
communauté, qui a été diffusé lors de nouvelles du soir et rediffusé six fois par la suite. Suite â cette diffusion le
secrétariat a requ par email des questions concernant notre communauté. 1
104 D’Ofschafung vu rassescher Diski imiiiatioiin, Deel 1/2
104t Sendung, de 26ten a 27ten Abrëll 2002. Méi wéi jee ass d’Ofschafung vu rassescher Diskriminatioun en Zil dat
eis all soll um Häerz leien. D’Vereenten Natiounen hunn den 21ste Mäerz als en internationalen Dag fir
d’Ofschafüng vu rassescher Diskriminatioun gewielt. Aus deem Uleies huet déi international Bahâ’igemeng eng
Deklaratioun zum Thema erausginn. Si gouf der Madame Mary Robinson presentéiert, déi Kommissär flr
d’Mënscherechter ass. Hei elo fir iech den éischten Deel vun dëser Deklaratioun.
Le rassemblement des peuples du monde dans une relation harmonieuse et créative est le besoin cmcial de l'heure
actuelle. Suite aux avancées des connaissances humaines qui ont approfondi les liens d'interdépendance et contracté
la planète, la principale tâche qu'affronte maintenant tous ses habitants consiste â jeter les bases d'une société
mondiale capable de refléter l'unicité de la nature humaine. La création d'une telle culture universelle de
collaboration et de conciliation nécessitera un retour â la conscience spirituelle et â la responsabilité.
II y a plus d'un siècle, Bahâ'u'llâh a affirmé que l'humanité entrait dans une nouvelle ère de son histoire pendant
laquelle les processus accélérateurs de l'unification obligeraient tout le monde â reconnaitre que l'humanité est un
seul peuple avec un destin commun. En faisant appel â l'humanité pour qu'elle accepte la vérité centrale de son
unicité, et mettre de cöté les barrières de race, de religion et de nationalité qui ont été les principales causes des
conflits au cours de l'histoire, Bahâ'u'llâh nous exhorte : "[...] ne vous regardez doncplus comme des étrangers.
Vous ëtes les fruits d'un mëme arbre, les feuilles d'une mëme branche." II n'y a, dit-il, aucune possibilité de réaliser
la paix mondiale tant que le principe fondamental d'unité n'a pas été accepté et mis en pratique dans l'organisation
de la société : "Le bien-ëtre de l'humanité, sapaix et sa sécurité nepourront ëtre obtenus si son unité n'estpas
fermement établie." Et "Que vos relations avec vos semblables soient toujours empreintes d'amour et d'harmonie,
de l'esprit leplus amical et leplus fraternel [...] Sipuissante est la lumière d'unité qu'ellepeut illuminer toute la
terre."
L'unité qui doit étayer un ordre social paisible et juste est une unité qui embrasse et honore la diversité. L'unicité et
la diversité se complètent et sont inséparables. Le fait que la conscience humaine fonctionne obligatoirement â
travers une diversité infmie d'esprits et de motivations ne diminue en rien son unité essentielle. En effet, c'est
précisément une diversité inhérente qui distingue l'unité de l'homogénéité ou de l'uniformité. L'acceptation du
concept de l'unité dans la diversité implique donc le développement d'une conscience globale, d'un sens de la
citoyenneté mondiale, et d'un amour pour toute l'humanité. Elle incite chaque individu â se rendre compte que, étant
donné que le corps de l'humanité est un et indivisible, chaque membre de la race humaine est né dans le monde
comme gage de l'ensemble. Elle suggère d'ailleurs que, si une communauté internationale pacifique doit apparaitre,
alors il y a lieu de permettre aux expressions culturelles complexes et variées de l'humanité de se développer et de
s'épanouir, aussi bien que d'interagir les unes avec les autres dans des modèles de civilisation en constante
transformation. "Les différences au sein de la famille humaine devraient ëtre la cause de l'amour et de l'harmonie,
de mëme qu'en musique, I'accordparfait résulte de la résonance simultanée d’un grand nombre de notes
différentes."
De ce principe fondamental de l'unité des peuples du monde sont nés presque tous les concepts concernant la liberté
et le bien-ëtre humains. Si la race humaine est une, il y a lieu de rejeter toute idée qu'un groupe racial, ethnique ou
national quelconque est d'une manière ou une autre supérieur au reste de l'humanité; la société doit réorganiser sa
vie pour donner une expression pratique au principe d'égalité pour tous ses membres sans égard â la couleur, â la
croyance ou au genre; et il y a lieu d'accorder â tous les individus l'occasion de réaliser leur potentiel inhérent et de
contribuer ainsi â "l'amélioration de la civilisation".
1 Extrait d’un rapport du Bureau d’information
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 80 -
Souwäit zum éischten Deel vun dëser Deklaratioun vun der internationaler Bahâ’icommunautéit zum Dag vun der
Ofschafüng vu rassescher Dikriminatioun.
105 D’Ofschafung vu rassescher Diskriminatioun, Deel 2/2
105t Sendung, den 3ten a 4te Mee 2002. Méi wéi jee ass d’Ofschafüng vu rassescher Diskriminatioun en Zil dat eis
all soll um Häerz leien. D’Vereenten Natiounen hunn den 21ste Mäerz als en intemationalen Dag fir d’Ofschafiing
vu rassescher Diskriminatioun gewielt. Aus deem Uleies huet déi international Bahâ’igemeng eng Deklaratioun
zum Thema erausginn. Si gouf der Madame Mary Robinson presentéiert, déi Kommissär fir d’Mënscherechter ass.
Hei elo fir iech den zweeten Deel vun dëser Deklaratioun.
Pendant trop longtemps dans l'histoire, le mal du racisme a violé la dignité humaine. Son influence a retardé le
développement de ses victimes, corrompu ses auteurs et anéanti le progrès humain. Des efforts conscients, délibérés
et soutenus seront nécessaires pour surmonter ses effets dévastateurs. En effet, rien de moins qu'un amour réel, une
patience extrëme, une vraie humilité et une réflexion dans une attitude de prière réussiront â libérer les relations
humaines de sa tache pemicieuse. "Fermez vosyeux aux différences raciales et souhaitez la bienvenue â tous â la
lumière de l'unicité. ", voici le conseil de Bahâ'u'llâh.
II est clair que la promotion de la tolérance et de l'entente réciproque parmi les différents groupes humains ne
constitue pas un simple exercice passif de rhétorique. II y a lieu d'affronter toutes les formes de provincialisme,
toutes les étroitesses d'esprit et tous les préjugés. La mise en application de mesures juridiques appropriées qui
protègent les droits et chances de tous, et l'adoption d'initiatives éducatives qui favorisent la solidarité humaine et la
citoyenneté mondiale devraient ëtre parmi les premières mesures pratiques adoptées par toutes les nations.
La direction morale qu'offrent les communautés religieuses devrait sans doute ëtre un élément-clé de tout effort de
ce genre. Cependant, pour assurer un röle constmctif â la religion, les adeptes de toutes les religions devraient
reconnaitre les conflits et les souffrances causés par ceux qui se sont approprié les symboles et instmments de la
religion en vue de fms personnelles égoi'stes. Le fanatisme et les conflits empoisonnent les puits de la tolérance et
représentent des expressions corrompues des vraies valeurs religieuses. Le défi qu'affrontent tous les chefs religieux
consiste â contempler, le coeur rempli de compassion et de soif de vérité, la situation critique de l'humanité, et â se
demander si, en toute humilité devant leur Créateur Tout-Puissant, ils ne pourraient pas effacer leurs différences
théologiques dans un esprit de tolérance réciproque afin de leur permettre de collaborer â l'avancement de la justice
sociale et ä la paix. Dans son exhortation â "observer la tolérance et la justice", Bahâ'u'llâh affirme qu'il est possible
â la fois de croire en Dieu et d'ëtre tolérant.
Le chemin conduisant â l'unité et â la réconciliation est le seul qui se présente â la famille humaine. Un monde dans
lequel toutes les nations, races, croyances et classes sociales sont unies étroitement et de fa?on permanente n'est pas
une vision utopique mais une nécessité inévitable et vitale.
"Illuminez et sanctifiez vos coeurs." conseille Bahâ’u’llâh, "Nepermettezpas qu'ils soientprofanés par les épines
de la haine et les ronces de la malice. Vous ëtes, tous, les habitants d'un mëme monde et vous avez été créés d'une
mëme volonté. Béni celui qui se mële â tous ses semblables dans un esprit deparfaite bonté et d’amour [...]."
Souwäit zum zweeten a leschten Deel vun dëser Deklaratioun vun der intemationaler Bahâ’icommunautéit zum Dag
vun der Ofschafüng vu rassescher Dikriminatioun.
106 Invitée D’Esther Zana-Nau, L’union européenne (op franséisch)
107 Invitée D’Esther Zana-Nau, L’union européenne, suite (op franséisch)
108 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 1/4
108t Sendung, de 24ten a 25te Mee 2002. An den nächsten Emissiounen héiert dir Bahâ’i Zitater iwwer eng Rei
Froen, déi all Mënsch sech fréier oder spéider eng Kéier stellt. Dës Theme kommen aus dem Buch: Eenheet an der
Villfalt, Déi eng Wourecht an de Schrëfte vun alle Reliounen, erausginn vun engem Inder, O.P. Gai a mat engem
Virwuert vum Franz Alt.
Aktiivt Liewen: „Ihr seid die Bäume Meines Gartens. Ihr miißt gute und köstliche Friichte tragen, damit sie euch
und anderen niitzen. Darum ist est jedermanns Flicht, sich einem Handwerk oder Beruf zu widmen, denn darin liegt
das Geheimnis des Wohlstandes, o ihr Einsichtigen!“
Opriichtegkeet: „Ebenso geziemt es den Geliebten Gottes, mit ihren Mitmenschen nachsichtig zu sein, von allen
Dingen so geheiligt und gelöst zu sein und solche Aufrichtigkeit und Redlichketi aufzuweisen, dass alle Völker der
Erde sie als die Treuhänder Gottes unter den Menschen anerkennen. “
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-81 -
Bridderlechkeet: ,,Er, der ener Herr ist, der Allerbarmer, hegt in Seinem Herzen die Sehnsucht, das ganze
Menschengeschlecht als eine Seele und einen Körper zu sehen. “
Courage: „Löse deine Zunge, und um des Gedenkens an deinen barmherzigen Herrn willen verkiinde die Wahrheit.
Fürchte dich vor niemandem, setze dein ganzes Vertrauen in Gott, den Allmächtigen, den Allwissenden. “
Famill: „ Und erhaben iiberjede andere Verbindung ist die Verbindung der Menschen miteinander, besonders wenn
sie in der Liebe Gottes zustandekommt. So wird die Ureinheit sichtbar, so wird die Grundlage der Liebe im Geiste
gelegt. “
Fräigebigkeit: „Sei freigebig im Gliick und dankbar im Unglück. Sei des Vertrauens deines Nächsten wert und
schaue hellen undfreundlichen Auges auf ilm. Sei ein Schatz dem Armen, ein Mahner dem Reichen, eine Antwort
auf den Schrei des Bedrückten. “
Fräiheet vun Ierger: „ Werdet niemals aufeinander böse. Liebet die Geschöpfe um Gottes willen und nicht um ihrer
selbst willen. Ihr werdet niemals böse oder ungeduldig werden, wenn ihr sie um Gottes willen liebt. “
Fräiheet vun Haass: „Der Hauptzweck, der den Glauben Gottes und Seine Religion beseelt, ist, das Wohl des
Menschengeschlechts zu sichern, seine Einheit zu fördern und den Geist der Liebe und Verbundenheit unter den
Menschen zu pflegen. Lasst sie nicht zur Quelle der Uneinigkeit und der Zwietracht, des Hasses und der
Feindschaft werden. “
Fräiheet vun Iwwel: „ Höre nichts Schlechtes und sieh nichts Schlechtes, erniedrige dich nicht, und klage nicht!
Sprich nichts Schlechtes, auf daß du nichts Schlechtes hörest, und vergrößere die Fehler anderer nicht, damit deine
eigenen Fehler nicht groß erscheinen. Wiinsche nicht die Erniedrigung eines anderen, damit deine eigene
Niedrigkeit nicht ojfenkundig werde. Verbringe alsdann die Tage deines Lebens, die weniger sind als einßüchtiger
Augenblick, mit makellosem Gemiit, unbeflecktem Herzen, reinen Gedanken und geheiligtem Wesen, damit du die
irdische Hiille frei und zufrieden ablegen mögest. “
109 Invitée D’Esther Zana-Nau, La foi bahâ’ie, une utopie ? (op franséisch)
110 Invitée D’Esther Zana-Nau, La vision de la foi bahä’ie (op franséisch)
111 Oppene Bréif un d’reliéis Leadere vun der Welt
111t Sendung, de 14ten a 15te Juni 2002. Viru kuerzem huet den héchste Bahâ’i Gremium en offene Bréif un all
d’reliéis Leadere vun der Welt adresséiert. Hei zu Lëtzebuerg huet den Nationale Rot vun de Bahâ’i vu Lëtzebuerg
de reliéise Leader de Message iwwerreecht. De Bréif ass zugläich en Encouragement an eng Wamung. Zwou vun
deene gréisste Geforen där d’Welt haut ausgesat ass ginn hei ervirgehuewen: an zwar Haass aus reliéisen Ursaachen
a Fanatismus. D’Leadere vu Glawensrichtungen ginn opgeruff duerch hiert eegent Beispill, ze weisen, dass si sech
honnertpronzeteg fir d’Ausrottung vu reliéisem Konflikt a Gewalt asetzen.
An dësem Communiqué gëtt drop higewisen, dass déi wesentlech Eenheet vun der Mënschheet gréisstendeels
akzeptéiert gëtt als Basis fir intemationaalt Recht an als Norm mat där d’Behuelen an d’Verhale vu Mënschen a
Regiemngen jugéiert gëtt.
An der Relioun ass et awer anescht. Do ginn nach ëmmer Trennunge vill ze genee gemaach. Den héchste Gremium
am Bahâ’i Glawe füerdert déi reliéis Leaderen dozou op, méi wéi jee den Dialog tëschent de Reliounen ze stäerken
an dat mat voll Vertrauen a Gewëssenheet; a vimn allem ginn all Glawensrichtungen opgefuerdert
Gemeinsamkeeten ënnereneen ze fannen a Communautéiten zesummenzebréngen.
Wann dat net gemaach gëtt ass d’Altemativ kloer an onauswäichlech: wann d’Aarbecht tëschent de Reliounen leie
bleift, wäerte mer méi Vimrteeler, méi Haass a méi Gewalt gesinn, déi Gemeinschaften a Gesellschaften
auserneerappt.
Et ass derwäert dräi Elementer aus dëser Noriicht ervirzesträichen: Relioun huet eng wonnerbar Kraaft, mënschlecht
Verhalen ze motivéieren, obschonn een sech muss bewosst sinn, dass dës Kraaft genee sou gutt fi Guddes oder
Schlechtes ka benotzt ginn.
Eng däitlech a kloer Wamung géint reliéisen Extremismuss an de Wonsch vun enger Relioun oder Gemeinschaft,
Finalitéit oder de Monopol vu reliéiser Wourecht wëllen ze hunn. Däraarteg Uspréch bewierken näischt anescht wéi
batter Vimrteeler an Haass tëschent de Leit a féieren zu Gewalt.
Den héchste Gremium am Bahâ’i Glawen encouragéiert d’Leadere vun de grousse Reliounen eng Konklusioun ze
akzeptéieren, déi Hand an Hand mat deem geet, wat zënter Joerzéngten an der Aarbecht tëschent de Reliounen
gemaach gouf: datt den Ursprong vun all de grousse Reliounen dee selwechten ass. Aus enger Bahâ’i Perspektiv ass
dat eng onauswäichlech Wourecht. Wa mer unerkennen, dass ee geeschtege Wäert an all de grousse Reliounen op
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 82 -
der Welt fanne kann, wou all Relioun léiert, dass et nëmmen ee Gott gëtt, kann een net zugläicher Zäit akzeptéieren,
dass si vu verschiddene Gëtter inspiréiert sinn.
Dëse Bréif insistéiert um Fait dass dee selwechte gëttlechen Ursprong bei alle Reliounen ze fannen ass.
D’Ënnerscheeder sinn doduerch entstanen, well d’Reliounen a verschiddene Kulturen, zu verschidden Zäiten an a
verschidde Gesellschaften ervirkoumen. Jiddereng vun hir bréngt eng eenzegaarteg Perspektiv zu der mënschlecher
Spiritualitéit mat sech, jiddereng gëtt eis verschidde Forme Gott unzebieden an eis Spiritualitéit ze entdecken.
Jiddereng ass vu Gott inspiréiert an am Häerz vun all de Reliounen ass nëmmen ee Gott.
112 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 2/4
112t Sendung, den 21ten an 22te Juni 2002. Fräiheet vu Roserei: »Ich heiße euch alle und jeden von euch, alles,
was ihr im Herzen haht, aufLiebe und Einigkeit zu richten. ... Ein Haßgedanke muß durch einen mächtigeren
Gedanken der Liebe vernichtet werden. «
Frënn: „Ihr seid die Friichte eines Baumes und die Blätter eines Zweiges. Verkehrt miteinander in inniger Liebe
und Eintracht, in Freundschaft und Verbundenheit. “
Fridden: „Die ganze Welt muß als ein einziges Land betrachtet werden, alle Völker als ein Volk und alle Menschen
als Angehörige einer Rasse. Religionen, Rassen und Nationen sind alle nur Trennungen, die der Mënsch gemaacht
hat, und nur in seinem Denken nötig. ...Fiir ihn gibt es nur eine Schöpfung. Wir miissen Gott gehorchen und danach
streben, ihm zufolgen, indem wir alle unsere Vorurteile hinwegtun und der Erde Frieden bringen. “
Direction divine: « Quiconque suivra le chemin de la direction divine et s ’efforcera de s ’éleverjusqu ’aux sommets
de la vertu parviendra ä ce sublime et glorieux état. Füt-il ä mille lieues de distance, il percevra le parfum de Dieu
et verra nettement se lever, au-dessus de l’étoile du matin de toutes choses, la resplendissante aurore de la
direction divine. »
Gerechtegkeet: « Ofils de l’esprit! A mesyeux, ce que j'aimepar-dessus tout est la justice; ne t'en écartepas si
c'est moi que tu désires, et ne la négligepas afin que jepuisse mefier ä toi. Par elle, tupourras voirpar tespropres
veux et non par ceux des autres, et tu pourras comprendrepar ton propre savoir et non par celui du prochain. Pèse
bien ceci: comment dois-tu ètre? .... »
Gléck : « De leur rigoureuse observance ont toujours dépendu et continueront de dépendre la distinction suprëme
de I’homme, son réel avancement et sa victoire finale. Quiconque garde les commandements de Dieu obtiendra le
bonheur éternel. »
D’golde Reegel: « Si ton regard se tourne vers la pitié, renonce aux choses qui te profitent et attache-toi ä celles
quiprofiteront â l’humanité; et si tes veux se tournent vers la justice alors choisispour ton voisin ce que tu
désirerais pour toi-mëme. »
Gutt Aktiounen : « Si les hommes se rendaient compte de l’éminence de leur rang et de la noblesse de leur destinée,
ils ne feraient montrer de rien d’autre que d’un aimable caractère, d’actions pures et d’une conduite convenable et
digne de louanges. Si ceux qui sont de bonne volonté parmi les érudits et les sages venaient â orienter les hommes,
toute la terre serait considérée comme un seul pays. »
D’Heem : « Ma maison est unfover depaix ! Mon fover est la maison du délice et de la joie ! Ma maison est la
maison du rire et de I’exaltation. Quiconque enfranchit le seuil doit s ’en retourner le coeur rempli de joie. »
113 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 3/4
113t Sendung, den 28ten an 29te Juni 2002. Elo e puer Extraiten zu den Themen Ënnerlech Emeierung - d’Kraaft
vum Glawen - de Krich - d’Liewen no dem Doud - d’Léift - d’Meditatioun an de Mënsch.
Zur ënnerlecher Emeierung soen d’Bahâ’i Schrëften: „ Gott - erhaben sei Seine Herrlichkeit - wünscht nicht die
Demütigung Seiner Diener. Wahrlich, Er ist der MitleidvoIIe, der Barmherzige. Allein mit Gott sollte der Siinder um
Erbarmen aus dem Meer des Erbarmens, um Vergebung aus dem Himmel der Grossmut flehen. “
Zur Kraaft vum Glawen soen d’Bahâ’i Schrëften: „Sou ass et kloer an däitlech, dass all Propheten Tempele vun der
Saach Gottes sinn, déi a verschiddener Truecht erschéngen. Wann s de gutt kucks, wäert s de gesinn, dass si all am
selwechten Hellegtum wunnen, dass si sech zum selwechten Himmel erophiewen, op deem selwechten Troun sëtzen,
déi selwecht Sprooch schwätzen an dee selwechte Glawe verkënnegen. “
Iwwer de Krich soen d’Bahâ’i Schrëften: „ Vun all objektiwem Standpunkt aus betruecht ass de Fridden tëschent de
Vëlker eng Noutwendegkeet an e Gebot. Gott huet d’Âerd erschaf an eng Mënschheet fir drop ze liewen. De Mënsch
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-83 -
huet keng aner Plaz fir ze wunnen; awer en huet sech erhuewen an agebilte Grenzen an territorial Beschränkunge
verkënnegt. An ënnert der Wanvirstellung vun engem fanateschen, engem Patriotismuss gi Stréim vu wäertvollem
Blut vergoss. “
Iwwer d’Liewen nom Doud soen d’Bahâ’i Schrëften: „Sou wéi de Begrëff vum Glawen, dee vun Ufank un, dee keen
Ufank huet, bestanen huet bis zum Enn, dee keen Enn huet, dauere wäert, sou wäert och dee wierklech Gleewegen
éiweg liewen a bestoen. Säi Geescht wäert éiweg de Wëlle Gottes ëmkreesen. “
An iwwer d’Léift schreiwen d’Bahâ’i Schrëften: “A Wierklechkeet, sief der bewosst: Léift ass d’Geheimnis
gëttlecher Offenbarung! Léift ass geeschteg Erfëllung! Léift ass d 'Liicht vum Räich Gottes! Léift ass d’Ursaach vun
der Offenbarung vun der Wourecht an der Welt..! Léift ass d’Mëttel fir déi héchst Gléckséilegkeet an der Welt vum
Stoff wéi an der Welt vum Geescht! Léift ass d’Ursaach vun der Entwécklungfir aU ... Mënsch! Léift ass dat gréisste
Gesetz an dësem onendlechen Räich Gottes! Léift ass dat eent Gesetz, dat d’Uerdnung tëschent de bestehenden
Atomen zum Virschäi bréngt an iwwer si Muecht huet! Léift ass d’Ursaach, déi eise sichende Sënner
d’Geheimnisser ervirbréngt, déi den Onendlechen an d’Universum geluecht huet!“
114 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 4/4
114t Sendung, de 5ten a 6te Juli 2002. „All Relioune si wéi Blummen an deem enge Gaart vu Gott. “ Sou schreift de
Franz Alt am Virwuert zum Buch: Eenheet an der Villfalt, Déi eng Wourecht an de Schrëfte vun aile Reliounen,
erausgi vum Inder, O.P. Gai. 29 Kärfroe vum Liewen ginn an dësem Buch beliicht, an dat mat Extraiten aus de
wichtegste Schrëfte vun 12 grousse Reliounen. Et sinn dat den Hinduismus, d’zoroastresch Relioun, den Taoismus,
de Buddhismus, d’Chrëschtentum, de Konfiizianismus, de Jainismus, d’Juddentum, den Islam, de Shintoismus, de
Sikhismus an d’Bahâ’i. Mat dëser Lektüre gëtt et dem Lieser hei direkt kloer, dass d’Reliounen an hire wichtegsten
Themen dat selwecht soen, sou wéi wann et nëmmen eng grouss Relioun vun der Mënschheet géif ginn. E Buch, dat
schonn a méi wéi 20 Sproochen iwwersat gouf, ass esou en anere grousse Beitrag fir de Reliounsfridden. A
Reliounsfridden ass sécher e grousse Beitrag zum Weltfridden. Kucke mer haut wat d’Bahâ’i zu den Theme
Meditatioun, de Mënsch, Verantwortung, Verzeiung, vollkommend Gesetz a richtegem Räichtum soen.
„Meditatioun ass de Schlëssel zu den Diere vun de Geheimnisser. An dësem Zoustand léisst de Mënsch sech vu sech
selwer; hien zitt sech an dësem Zoustand vun aüe Saache vun der Aussewelt zréck. An dëser subjektiver Verfassung
daucht hien an d’Mier vum geeschtege Liewen a kann d’Geheimnisser vun de Saache selwer entdecken. “
De Mënsch: „ Wéi heil dach d’Liichter vun der Erkenntniss an engem eenzegen Atom stralen, wéi grouss dach
d’Mierer vun der Wäisheet an enger eenzeger Drëps wuessen! A fir de Mënsch gëllt dëst am héchste Grad, deen
ënnert allem wat erschaf ass, dee mam Kleed vu sou Geschenker gekleet ass, dee fir d’Herrlechkeet vu sou enger
Auszeechnung gewielt gouf. Well am Mënsch sinn aii d’Nimm an d’Eegeschafte vu Gott... an engem Mooss
geoffenbaart, déi vu näischt kënnen iwwertraff ginn, wat jeemols erschaf gouf. “
Zur Verantwortung: „Deen ass wierklech e Mënsch, dee sech haut am Déngscht vun der Mënschheet higëtt. Dat
héchst Wiese seet: Séiieg a glécklech ass deen, dee sech erhieft,fir sechfir d’Wuel vun ail de Vëlker a Geschiechter
op der Âerd anzesetzen. “
Verzeien: „Hie soilt deem dee sënnt verzeien a nimools säin niddregen Zoustand veruechten, well kee weess, wéi
säin eegent Enn wäert sinn. “
Zum perfekte Gesetz: „ Géi duerch d’Onermiessiechkeet vum Universum a géi duerch d’Héichte vum Himmei - du
wäerts trotzdem keng Rou fannen, ausser an der Ennerwerfung ënnert mengem Gebot an an der Demut vun eisem
Antlitz. “
Richtege Räichtum: „ Wann déi wierklech Eier am Besëtz vu vergängleche Saache bestoe géif da misst forcément
eis Âerd, op där mir ginn, sech virun eis bretzen, well si iech - nom Rotschlo vum Aiimächtegen -, ebe grad mat
dëse Saachen versuergt. Neen, bei Him, deen d ’Räich vun der ganzer Schëpfung a sengem Grëff hält, är bleiwend
Eier läit soss néierens wéi doranner dass dir dee richtege Wee gitt. “
115 Buchvirstellung: Bahâ’u’llâh, am Land vun der Eenheet
115t Sendung, den 12ten an 13te Juli 2002. Et ass mer eng Freed iech haut en neit Buch virzestellen : Bahâ’u’llâh,
am Land vun der Eenheet, aus der Serie: Horizonte der Weisheit an dat am Horizonte Verlag. Am Buch fënnt een
eng Auswiel aus de Schrëfte vu Bahâ’u’llâh, zesummegestallt vum Kambiz Poostchi a vum Peter Spiegel. Elo
d’Virwuert vum Peter Spiegel:
Bahâ’u’llâh, huet am Iran vum 19te Jorhonnert gelieft, an engem Land, wat grouss Kulture gesinn huet, wat awer zu
där Zäit a Réckstännegkeet, Bigotterie a Korruptioun verfale war.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 84 -
Säi Message huet e ganze Bou gemaach, vu mystesche Wäisheeten iwwer d’Wiesen an de Sënn vum Mënschsinn
bis zu der Visioun vun enger Mënschheet déi sech eens gëtt; vun de Viraussetzunge vum ënnere Fridde bis zu de
Bedéngunge vun enger globaler Friddensuerdnung. Et ass dofir kee Wonner dass de Leo Tolstoi a Bahâ’u’llâh
senge Schrëften « de Schlëssel zum Geheimnis vum Universum » an « déi schéinst a réngst Form vu enger reliéiser
Léier » entdeckt. De Mahama Gandhi erkennt an de Bahâ’i Schrëften „d’Hoffnung vun derMënschheet“.
An der klengster Saach vum Universum bemierkt Bahâ’u’llâh en Zeeche vu Gott; zugläicher Zäit awer ass Gott fir
Hien dee Verbuergenste vun allem Verbuergenem.
Bahâ’u’llâh gesäit de Mënsch als e Wanderer um Wee zu de Welte Gottes, méi wäit an onbegrenzt. Zugläicher Zäit
gëtt Hien him an dësem Liewen eng Verantwortung fir Kultur weiderzeféieren an ze erschafen. Bahâ’u’llâh
bestätegt ganz kloer d’Wourecht an d’Missioun vun alle fréiere Reliounen, awer e verbënnt se zu enger ganzer
Usiicht vun engem gëttleche Wëllen an all dëse reliéisen Offenbarungen. Bahâ’u’llâh erkläert déi weltpolitesch
Konsequenze vun dëser neier ëmfaassender Siicht vun der Eenheet: vun der schrëttweiser Aféierung vun engem
kollektive Sécherheetssystem fir d’Erhalung vum Weltffidden iwwer d’Etabléierung vun engem Weltbundesstaat
bis zur Begrënnung vun enger Weltkultur. Eng Weltkultur, déi sech hirem wäertvollen Tresor bewosst gëtt:
Mënschen, déi a gréisster Onofhängegkeet a Selbstännegkeet no der Wourecht fuerschen an dobäi wëssenschaftlech
Erzéiung an ethesch Wäertschätzung matenee verbannen.
Bahâ’u’llâh ass de Stëfter vun der Bahâ’i Relioun, enger monotheistescher Relioun, déi haut a bal all Land verbreet
ass. Hei ginn elo déi zentral Texter aus senge ville Schrëfte präsentéiert. Domat ass et méiglech en éischten Abléck
an eng Gedankewelt ze kréien, eng Gedankewelt aus där d’Mënschheet sech eng Nues voll huele kann; Inspiratioun
fir eis geeschteg a sozial Erausfuerderungen! Dat éischt Thema vun eiser nächster Emissioun ass déi vum Sënn vun
der Schëpfüng.
116 Wat ass de Sënn vun der Schëpfung?
116t Sendung, den 19ten an 20te Juli 2002. „Kuck der d’Welt un, an denk e bëssen driwwer no. “ schreift
Bahâ’u’llâh. „ Virun dengen Aen entschleiert sech d ’Buch vun hir selwer a weist der wat d’Fieder vun dengem Här,
dem Gestalter, dem Allwëssenden drageschriwwen huet. D’Welt wëllt dech mat allem vertraut man, wat an hir on
op hir ass, ... “
„D ’Natur ass hirem Wiesen no d’Verkierperung vu Mengem Numm, de Gestalter, de Schëpfer. ... D ’Natur ass de
Wëlle Gottes. ... D ’Natur huet eng Kraaft mat enger Realitéit, déi déi Geléiert net begräife kënnen. De Mënsch mat
Asiicht ka soss näischt erkennen ausser d’Strale vun onsem Numm, de Schëpfer. Et ass dat eng Existenz, déi keen
Ënnergank kennt an d’Natur selwer ass erstaunt iwwer dat wat si eis weist.
Eng Drëps aus dem Mier vu Senger onendlecher Gnod huet déi ganz Schëpfung mat Liewe gefëllt. ... Ee Fonken aus
der onergrëndlecher Déift vu Sengem allduerchdréngendem Wëllen huet aus guer näischt eng Créatioun an d’Welt
geruff onendlech an hirer Gréisst an onvergänglech an hirer Dauer. ... De Stroum vu senger .. Gnod kann nimools
opgehal ginn. Säi Schëpfungsakt huet keen Ufank a keen Enn. “
Wat wësse mir iwwer Deen deen eis erschaf huet? Wat kënne mer iwwerhaapt iwwer hir wëssen? Op där enger Säit
ass Hien Deen, dee verbuergen ass, verstoppt ass an op der aner Säit ass et Deen, deen omnipräsent ass. Nach eng
Kéier d’Bahâ’f Schrëften:
„Alles wat déi Geléiert an d’Mvstiker gesot a geschriwwen hunn, goung nach ni iwwer d’Grenzen eraus, déi eisem
endleche Verstand ënnerworf sinn, nach kënnen dës Geléiert a Mvstiker je hoffen, dës Grenzen ze iwwerschreiden.
Zu wéi engen Héichten och ëmmer de Verstand klamme kann, wéi grouss och ëmmer d 'Déifte sinn, an déi eist
detachéiert a verstoend Häerz andrénge kann eise Verstand an eist Häerz kënnen ni d’Schafung vun eisen eegene
Virstellungen, oder d’Resultat vun eisen eegene Gedanken iwwersteigen. D’Meditatioune vun eisen déifsënnegsten
Denker, d’Andachte vun den Hellegste vun den Hellegen, den héchste Luef vun enger mënschlecher Fieder oder
Zong sinn nëmmen e Spigelbild vun deem, wat duerch d’Offenbarung vum Här, hirem Gott an hinne selwer erschaf
gouf. Wann een a sengem Häerz iwwer dës Wourecht nodenkt, fällt et engem net schwéier zouzeginn, dass et Grenze
ginn, déi kee mënschlecht Wiesen iwwerschreide kann.
All Versuch, dee vun Ufank un dee keen Ufank hat, gemaach gouf sech vu Gott e Bild ze man an Hien ze erkennen,
ass begrenzt duerch d’Gegebenheete vu Senger eegener Schöpfung, eng Schöpfung déi Hien duerch d’Wirke vu
Sengem Wëllen zu kengem aneren Zil wéi fir sech selwer an d’Existenz geruffhuet. Onermiesslech erhuewen ass
Hien iwwer d’Ustrengunge vum mënschleche Geescht, säi Wiesen ze erfassen, oderfir d’mënschlech Zong, Seng
Geheimnisser ze beschreiwen. ... “
ls.16,1.8
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 85 -
117 Réaction des chefs religieux au message sur rélimination du préjugé religieux
117t Sendung, de 26ten a 27te Juli 2002 Article n°34. NEW-YORK, 12 juillet 2002. BWNS. La communauté
bahâ’ie a été grandement encouragée par la réaction des chefs religieux au message d’avril 2002 de la Maison
universelle de justice. Le message appelle â une action résolue en vue de supprimer l’intolérance et le fanatisme.
Délivré maintenant jusqu’â au moins 1.600 chefs religieux, dans plus de 40 pays, par le réseau des conseils
administratifs nationaux et locaux de la communauté mondiale bahâ’ie, le message avertit que «les brasiers allumés
par les préjugés religieux » qui se multiplient menacent de « provoquer une conflagration mondiale aux
conséquences inimaginables.» II exhorte les chefs de toutes les religions â condamner le fanatisme, â renoncer aux
revendications d’exclusivité ou de parti, et â s’engager dans un dialogue inter-religieux plus large. Â fin juin, la
réponse était extrëmement positive, de la part des chefs religieux, des universitaires qui étudient la religion et des
spécialistes dans des disciplines connexes disant que le message est un appel opportun et grandement nécessaire.
«C’est le bon message. C’est le bon moment», a dit le professeur Jonathan Sacks, grand rabbin des Congrégations
hébrai'ques unies de Grande-Bretagne et du Commonwealth. «Nous affrontons le plus grand défi que Dieu nous ait
jamais lancé et c’est le message dont nous avons besoin.» De plus, dans l’esprit de l’accroissement général de
l’activité inter-religieuse et de la coopération au niveau mondial, plusieurs chefs-bouddhistes, chrétiens, hindous,
juifs, musulmans ou autres-ont fait l’éloge de l’appel contenu dans le message, â un plus grand dialogue entre les
religions. « Nous appuvons l’idée que les chemins qui conduisent au divin sont multiples », a dit M. Karan Singh,
président du Temple de la compréhension â New-Delhi. «J’apprécie beaucoup la déclaration et le röle de la foi
bahâ ’ie lorsqu ’elle essaie de réaliser l’harmonie et l’entente religieuses.» Les rapports requs des communautés
bahâ’ies indiquent que les délégations chargées de remettre le message ont été bien re?us. «Nous avons ressenti une
extraordinaire courtoisie â I’égard de nous tous, qui ne nous était pas destinée personnellement, mais plutöt â
l’évènement mëme et aupoids inhérent au message», a dit Amy Marks, membre de l’Assemblée spirituelle locale
des Bahâ’i du Cap, en Afrique du Sud, qui a présenté le message â une douzaine de responsables religieux locaux.
Le message souligne une tendance générale vers l’unité au cours du siècle passé, notant que les préjugés de sexe, de
race ou de nationalité, ont partout été reconnus comme inacceptables. Cependant, en dépit de l’intégration de
l’humanité â d’autres niveaux, le préjugé religieux persiste. «Tragiquement, les religions établies, dont la raison
d’ëtre elle-mëme implique de servir la cause de lafraternité et de la paix, se comportent trop souvent comme une
des entraves les plus redoutables â cette cause; qu ’elles aient longtemps donné crédit aufanatisme en est une
douloureuse illustration.», écrit la Maison universelle de justice.
« Chaque jour, le danger grandit de voir les brasiers allumés par les préjugés religieux se multiplier et provoquer
une conflagration mondiale aux conséquences inimaginables. », continue le message. « La crise exige des autorités
religieuses qu’elles rompent avec le passé par une coupure aussi décisive que celles qui ont permis â la société de
combattre les préjugés tout aussi corrosifs de race, de sexe et de nationalité. « Les communautés nationales bahâ’ies
se sont d’abord concentrées sur la distribution du message aux chefs religieux nationaux, de mëme qu’aux
universitaires et journalistes spécialisés dans la religion. Au Brésil, par exemple, l’Assemblée spirituelle nationale a
préparé une liste de quelque 44 chefs religieux, théologiens et universitaires religieux sur le plan national, puis elle
leur a transmis le message par courrier ou personnellement. L’étape suivante a consisté â envoyer quelque 330
exemplaires du message â 66 Assemblées spirituelles locales au Brésil pour qu’elles les distribuent â des chefs
religieux sur le plan local.
«Dans la société brésilienne, les divisions religieuses constituent un problème », dit Roberto Eghrari, secrétaire
pour les affaires extérieures de l’Assemblée spirituelle nationale du Brésil. « Nous croyons donc que la distribution
de ce message arrive â un moment très opportun, qu’il a le potentiel pour apporter de nouvelles compréhensions. Et
jusqu’â maintenant, la réaction a été très positive. » Plusieurs responsables religieux ont indiqué qu’ils
distribueraient le message â d’autres responsables au sein de leur organisation. Dans un pays africain, le Conseil
musulman national a réclamé des exemplaires supplémentaires pour les distribuer â toutes les mosquées de la
capitale. Un doyen d’une université catholique d’Amérique latine a exprimé son désir de travailler avec la
communauté bahâ’ie en vue d’élaborer un programme basé sur le message, pour les professeurs et les étudiants.
Dans plusieurs pays, des responsables ont répondu aux communautés bahâ’ies en leur adressant des lettres
d’appréciation. Au Royaume-Uni, George Carey, archevëque de Canterbury et chef de l’Église anglicane, a écrit:
« Je partage entièrement votre opinion que nous devons tous nous pencher sur la question de savoir comment nos
différences peuvent devenir des forces enfaveur de la paix et de la justice. Dans cet objectif une discussion très
sincère entre les communautés sera nécessaire. » En Tanzanie, Biharilal Keshavji Tanna du Conseil hindou de
Tanzanie a écrit:
« J’ai lu le document avec un grand intérët et je crois qu ’il renferme un message très important non seulementpour
les dirigeants des groupes religieux, mais égalementpour tous les individus qui réfléchissent. Ceux-ci doivent
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 86 -
endosser le devoir et la responsabilité de démolir les barrières qui existent entre les différents groupes religieux de
la famille humaine. » De ganze Message fannt dir um Internet ënnert www.bahai.lu
118 Präis fir Erzéiung: d’Montessori Schoul, Lucknow, Indien
118t Sendung, den 2ten August 2002. Intemational Bahâ’i Neiegkeeten. Dëst Joer geet de Präis fir Erzéiung zum
Fridden un d’City Montessori Schoul zu Lucknow an Indien. Dëse Präis gëtt vun der UNESCO verdeelt, an dat mat
enger Zomm vun 30 000 USDollar. Dëse Präis gëtt et elo schonn zwanzeg Joer an ass geduecht fir Initiativen ze
fërderen déi d’Ëffentlechkeet fir de Fridden opmierksam man. D’City Montessori Schoul krut de Präis dëst Joer als
Unerkennung fir hir Efforten universal Wäerter zur Erzéiung zum Fridden an Toleranz ze fërderen. D’Schoul gouf
1959 gegrënnt an huet eng Reputatioun fir en héijen akademeschen Niveau a fir en exzellente Programm vu
moralescher a geeschteger Erzéiung. Méi wéi 40 Joer scho ginn d’Schüler an der Schoul dozou erzunn, d’Wäerter
vun Toleranz a Fridden ze respektéieren an aus hinne Weltbierger ze man. D’Begrënner vun der Schoul, Jagdish a
Bharti Gandhi, inspiréiert vun der Non-violence vum Mahatma Gandhi, hunn hir Schoul op 4 fundamental
Prinzipien opgebaut: - universell Wäerter - eng ganz gutt Aarbecht - globalt Verständnes an Déngscht un der
Kommunautéit. Si sinn och Bahâ’i an d’Bahâ’i Léieren hunn hir Aarbecht an de Curriculum vun der Schoul
zimmlech vill inspiréiert.
Viun dräi Joer war d’Schoul am Guinness Buch vun de Weltrekorder als déi gréisste Schoul bei Aschreiwungen.
D’Schoul hat dat Joer ëm déi 22000 Schüler. Am Moment huet d’Schoul méi wéi 26000 Schiiler, vum Précoce bis
zum Kolléisch.
D’Schoul huet sech als Zil gesat, de Schiiler Fäegkeeten ze vermëttelen, déi hinnen et erlaben, sech mat de
komplexe Problemer vun eiser haiteger Welt auserneen ze setzen; all Schiiler Vertrauen ze weisen an deem si hire
Sënn fir Verantwortung entwéckelen; duerch theoretesch a praktesch Léiere vu moralesche Wäerter an hinnen
hëllefen hir Aen opzeman fir aner Reliounen a Kulturen.
An der Schoul spillt d’Famill eng extrem wichteg Roll. D’Schoul sensibiliséiert d’Elteren an deem si hinne Bicher
iwwer hiren erzéiereschen Afloss gëtt a si mat an d’Liewe vun der Schoul abezitt. D’Léierpersonal profitéiere vu
Weiderbildung zu den Haaptprinzipie vun der Schoul souwéi zu den Theme Kannerzéiung, Psychologie a
Soziologie. All Schüler huet e Mentor deen eng Bezéiung mat den Eltere vum Schüler ageet.
Déi aner Karakteristik vun der City Montessori Schoul ass Recherche an der Erzéiung. 25 Mataarbechter sammelen
do déi bescht erzéieresch Methoden an Theorië vun all Land. Méi Informatioun iwwer dës erstaunlech Schoul fannt
der um Intemet ënnert: www.cmseducation.org .
Oflschléissend dëst Zitat aus de Bahâ’i Schrëften zum Thema Erzéiung: Bahâ’u’llâh sot: „ Betruecht de Mënsch als
e Biergwierk, räich un Eedelsteng vun onschätzbarem Wäert. Nëmmen d ’Erzéiung ka bewierken, dass et seng
Schätz enthüllt an d’Mënschheet doraus Notzen zéie kann. “
119 Lassléisung, Détachement
119t Sendung, den 9ten August 2002. Wat heescht et détachéiert a lasgeléisst ze sinn? Firwat? Kann een zu gläicher
Zäit lassgeléisst vu materielle Saache sinn an zugläich materiell Saache besëtzen? Een dee praktesch säi ganzt
Liewen mat schaffe verbréngt, kann dee vun de Saache vun dëser Welt lassgeléisst sinn. Dës an änlech Froen ginn
am Moment an de Studiekreesser hei bei eis a bei ville Bahâ’i Gemengen uechter d’Welt diskutéiert. Hei e puer
Zitater aus de Bahâ’i Schrëften, déi eis zum Nodenken ureege sollen:
„ 0 Mensch mit zweierlei Sehvermögen! Schließe ein Auge und öffne das andere. Schließe das eine vor der Welt und
allem, was darinnen ist, und öffne das andere fiir die geheiligte Schönheit des Geliebten.
„ O Freunde! Gebt die ewige Schönheit nicht preis um vergänglicher Schönheit willen, und hängt euer Flerz nicht
an die sterbliche Welt des Staubes. “ 1 2
„ O Sohn des Wortes! Wende dein Antlitz Mir zu und entsage allem außer Mir, denn Mein Reich ist beständig und
Meine Herrschaft vergeht nicht. Suchtest du einen anderen ais Mich, dein Trachten wäre vergeblich, selbst wenn du
das Weltall in Ewigkeit durchforschtest. “ 3
„ O Fremdiing, dem Freundschaft erwiesen wird! Die Kerze deines Herzens ist durch die Hand Meiner Macht
entziindet. Lösche sie nicht durch die widrigen Winde der Selbstsucht und der Leidenschaft. Meiner zu gedenken, ist
1 Bahâ’u’llâh, Die Verborgenen Worte, Hofheim-Langenhain 1997, pers. 12
2 Bahâ’u’llâh, Die Verborgenen Worte, Hofheim-Langenhain 1997, pers. 14
3 Bahâ’u’llâh, Die Verborgenen Worte, Hofheim-Langenhain 1997, arab. 15
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 87 -
dein Heil in allen Gebrechen; vergiss dies nicht. Mache Meine Liebe zu deinem Schatz und hege sie wie dein
Augenlicht und dein Leben.
„Loslösung ist wie die Sonne; in welches Herz sie scheint, löscht sie das Feuer der Begierde und des Selbstes.
Derjenige, dessen Sicht mit dem Lichte des Verstehens erleuchtet ist, wird sich sicherlich von der Welt und ihren
Eitelkeiten loslösen. ... lass nicht die Welt und ihre Schlechtigkeit dich bekümmern, gliicklich ist jener, den
Reichtum nicht mit Prahlerei erfiillt noch Armut mit Kummer. “ 1 2
„ Ofils de l'existence! Tu es ma lampe et ma lumière est en toi. Puise en elle ton éclat et ne cherche nul autre que
moi. Carje t'ai créé riche, et sur toi, généreusement, j'ai répandu ma grâce.
120 Buchvirstellung: 'Abdu'l-Bahä : Beäntwert Froen
120t Sendung, den 23ten August 2002. Am Franséischen ass d’Buch wat mer haut virstelle, bekannt ënnert dem
Titel: Les Leqons de Saint Jean d’Acre. Beäntwert Froen ass eng Zesummestellung vu Froen, op déi 'Abdu'l-Bahâ,
de Jong vum Begrënner vun der Bahâ’i Relioun ufanks vum leschte Jorhonnert Äntwerten drop gëtt. Dëst ass a
Form vu Gespréicher wärend e puer Méint opgezeechent ginn an duerno eréischt als Buch verëffentlecht ginn.
Den éischten Deel vum Buch befaasst sech domat wéi en Afloss d’Gottesoffenbarer op d’Entwécklung vun der
Mënschheet un. Do geet riets dass d’Natur engem allëmfaassende Gesetz ënnersteet. Da weist eis 'Abdu'l-Bahâ,
dass den Herrgott existéiert, wéi notwendeg et ass, en Erzéier ze hunn. Hie schwätzt iwwer den Abraham, de Moses,
Christus, Mohammet, de Bâb a Bahâ’u’llâh. Da ginn et Beispiller aus der Bibel, aus dem Buch Daniel a
Kommentarer zum 1 lte Kapitel vun der Offenbarung vu Johannes, zum 1 lte Kapitel aus dem Buch Jesajas an dem
12te Kapitel vun der Offenbarung vum Johannes. Da geet et ëm geeschteg Beweiser an iwwer wierkleche
Räichtum.
Am zweeten Deel vun dësem aussergewéinleche Buch erkläert 'Abdu'l-Bahâ e puer chrëschtlech Themen aus enger
Bahâ’i Siicht. An 20 klenge Kapitelen ginn Theme behandelt wéi d’Gebuert vum Jesus, dass seng Gréisst a senger
Vollkommenheet läit. D’Daf vum Jesus, D’Daf am allgemengen a wat et bedeit; d’Symbol vum Brout a vum Wäin;
iwwer Wonner, iwwer d’Opersteeung vu Christus; iwwer den hellege Geescht; iwwer d’Zréckkomme vu Jesus an
dat jénkst Geriicht; iwwer d’Dräifaltegkeet; wat Geschicht vum Adam an Eva alles bedeite kann; iwwer
d’Bekenntnes vum Péitruss an iwwer Prädestinatioun.
Am drëtten Deel schwätzt 'Abdu'l-Bahâ iwwer d’Kräfte vun de Gottesoffenbarer. Do geet riets iwwer déi fënnef
Stufe vum Geescht; dass ee Gott nëmmen duerch déi gëttlech Offenbarer erkenne kann; iwwer dee mënschlechen a
gëttlechen Aspekt vun de Gottesoffenbarer; iwwer dat wat d’Gottesoffenbarer alles wëssen; iwwer universal
Zyklen; iwwer d’Muecht an den Afloss vun de Gottesoffenbarer an dass et dräi Zorte vu Prophéite gëtt.
Am drëtten a leschten Deel gi verschidden aner Theme behandelt wéi zum Beispill d’Netexistenz vum Béisen;
zweeerlee Arte vu Qual; d’Gerechtegkeet an d’Barmherzegkeet vum Herrgott; déi richteg Manéier mat Verbriecher
ëmzegoen; iwwer Streiken; iwwer d’Wierklechkeet vun eiser Welt; iwwer Präexistenz; Reinkarnatioun;
Pantheismuss; iwwer déi véier Aart a Weisen, sech Erkenntnis unzeeegnen an iwwer d’Noutwendegkeet, de Léiere
vun de gëttlechen Offenbarer nozegoen.
Souwäit zu den Themen, déi een am Buch fënnt. D’Buch huet 293 Säiten, dir kritt et an all méiglech Sproochen, am
Bahâ’i Verlag, am einfachsten op der däitscher Internetsäit: www.bahai.de Ofschléissend dëst Gebiet gesonge vum
Edelo an Emma Wayenece : Qui, hormis Dieu, dissipe les difficultés ? Dis: Loué soit Dieu ! II est Dieu ! Tous sont
ses serviteurs et tous se soumettent â son commandement! 3
121 D’Natur ënnersteet engem allëmfaassende Gesetz
121t Sendung, den 30ten August 2002. Nodeems mer an eiser leschter Emissioun dem ‘Abdu’l-Bahâ säi Buch :
Beäntwert Froen kuerz virgestallt hunn, proposéieren ech iech haut en éischt Thema an zwar d’Natur. Si ënnersteet
engem allemfaassende Gesetz!
D’Natur ass deen Zoustand, déi Wierklechkeet, déi anscheinend Liewen an Doud, oder anescht ausgedréckt,
d’Zesummesetzung and d’Opléisung vun alle Saachen ëmfaasst.
1 Bahâ’u’llâh, Die Verborgenen Worte, Hofheim-Langenhain 1997, pers. 32
2 Bahâ’u’llâh, in: Bahâ’i-World, Bd. 1, Wilmette 1980, S. 42 (unüberprüfte Übersetzung)
3 Le Bâb, Livre de prieres, MED, 2003
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 88 -
Dës Natur ënnerläit engem Ganzen, bestëmmte Gesetzen, enger vollstänneger Uerdnung an engem vollkommene
Plang, vun deem si nimools ofwäiche wäert; d’Natur ass all deem därmoossen ënnerworf, dass, wann ee gutt kuckt,
gesäit, an zwar vum klengsten Atom bis zu der Sonn an deem gréisste Stär, sief dat an hirer Uerdnung an
Zesummetzung, sief et an hirer Form a Beweegung, dass een do deen héchste Grad vun Uerder fënnt an erkennt,
dass alles ënner engem onauswäichlechen, vollkommene Gesetz steet.
Wann een awer d’Natur selwer betruecht, gesäit een, dass si weder e Verstand nach e Wëllen huet. Sou zum Beispill
läit et an der Natur vum Feier, dass et brennt, an et mécht dat ouni Wëllen a Verstand; an esou ass mat der Natur
vum Waasser, der Sonn, alles ouni Wëllen a Verstand. Domat steet fest dass all natierlech Beweegunge vun
erschafene Saachen zwangsleefeg Virgäng sinn a sech net nom eegene Wëlle beweegen, mat Ausnahm vum Déier a
virun allem vum Mënsch. De Mënsch ka sech der Natur widdersetzen a vun hire Weeër ofwäichen, well hien
d’Struktur vun de Saachen entdeckt huet an sech domat mat de Kräfte vun der Natur ausernanersetzt. All
Erfmdungen, déi hie gemaach huet, berouen op der Entdeckung vun der Struktur vun de Saachen. Sou huet hien
zum Beispill d’Telegraphie erfonnt, déi den Oste mam Weste verbënnt. Dofir gesi mer däitlech, dass de Mënsch
d’Natur beherrscht.
Kann een elo, bei dëser systematescher Uerdnung a Gesetzmässegkeet, déi een iwwerall gesäit, gesot ginn, dass dat
alles aus dem Wierke vun der Natur eraus entstane wier, obwuel d’Natur selwer kee Verstand ... besëtzt? Dat weist
eis däitlech, dass dës Natur, déi weder Verstand nach Asicht huet, an der Hand vum Allmächtege rout an dass Hien
d’Räich vun der Natur regéiert an an hir alles, wat E wëll, erschénge léisst.
Eng vun de Saachen, déi an der Welt vum Dasein erschéngen ass, an eng Natumoutwendegkeet duerstellt, ass dat
mënschlecht Liewen. Sou gekuckt, gëtt d’Natur zur Wuerzel an de Mënsch zum Aascht. Ass et da wuel méiglech,
dass Wëllen, Verstand a Vollkommenheet nëmmen am Aascht, net awer an der Wuerzel sinn?
Doraus geet kloer erfir, dass d’Natur an hirem ënnerste Wiesen an der staarker Hand vum Herrgott rout. Deen
éiwegen Allmächtegen an Eenzegen ass et, Deen d’Natur an hire ... Bunnen a Gesetzer hält an hiren Herrscher ass.
122 Wéi mer wësse kënnen, dass et Gott gëtt
122t Sendung, den 6ten a 7te September 2002. En onwidderleebare Beweis dass et e Gott gëtt ass d’Tatsaach, dass
de Mënsch sech net selwer erschaf huet. Säi Schëpfer ass en anere wéi hie selwer. Et gëtt keen Zweiwel dmnn, dass
de Mënsch sech net selwer erschaf huet, well eng schwaach Kreatur kann net de Schëpfer vun engem anere Wiese
sinn. Am Schëpfer mussen all Vollkommenheete vereent sinn, fir dass hien erschafe kann.
Wär et méiglech dass d’Schëpfung vollkommen ass an de Schëpfer onvollkommen? Ass et denkbar dass e Bild e
Meeschterwierk ass an de Moler net vollkommen a senger Konscht ass? D’Bild ass dach seng Konscht a seng
Schëpfüng. Neen, d’Bild kann net dem Moler gläichkommen, well da wär et jo wéi hien, da kënnt et sech jo selwer
molen. Wéi vollkommen d’Bild och ass, sou bleift et awer am Verglach mam Moler ganz onvollkommen.
... Eis Welt ass d'Quell vun der Onvollkommenheet, wärend Gott d'Quell vun der Vollkommenheet ass.
D’Onvollkommenheet vun eiser Welt ass an sech e Beweis fir d’Vollkommenheet vu Gott.
Wann der zum Beispill de Mënsch kuckt, gesitt der dass e schwaach ass. Dës Schwächt vum Mënsch ass e Beweis
fir d’Stäerkt vum éiwegen Allmächtegen .. well wann et keng Stäerkt géif, wär d’Schwächt onvirstellbar. Dofir
weist d’Schwächt vum Mënsch eis d’Stäerkt vum Schöpfer, well wann et keng Stäerkt géif, kënnt et och keng
Schwächt ginn. D’Schwächt selwer beweist eis, dass et an der Welt Stäerkt gi muss. En anert Beispill ass d’Aarmut
an dëser Welt. Ouni Zweiwel muss et och Räichtum ginn, well een d’Aarmut op dëser Äerd gesäit. Esou gëtt et och
Onwëssenheet op dëser Welt. Dofir muss et och Wësse ginn, well wann et kee Wësse géif ginn, sou kënnte mer och
keng Onwëssenheet feststellen. Onwëssenheet ass d’Netsinn vu Wëssen a wann et kee Sinn géif, wär en Netsinn och
net virstellbar.
Et ass gewëss, dass dës Welt ënnert enger Uerdnung an ënner Gesetzer steet, deene si sech net entzéie kann.
Souguer de Mënsch ass dem Doud, dem Schlof an anere Naturgesetzen ënnerworf. Hie gëtt a viller Hisiicht
beherrscht an ouni Zweiwel muss de Beherrschten en Herrscher hunn. Well Ofhängegkeet ass e Kennzeeche vum
Mënsch ass an och eng wesentlech Noutwendegkeet, also muss et och en onofhängegt Wiese ginn. ...
Sou erkenne mer zum Beispill un engem Kranken, dass et Gesondheet gëtt, well wann et keng Gesondheet géif,
kënnte mer och keng Krankheet erkennen.
Doraus geet ervir, dass et een éiwegen Allmächtege gëtt, Deen all d’Vollkommenheeten a sech vereent, well hätt en
se net, wier Hie gläichgestallt mat Senge Kreaturen. Domat beweist och déi klengste Saach an dëser Welt vum Sinn,
dass et e Schëpfer gëtt. ...
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 89 -
... Déi klengste Verännerung an der Form vun enger Saach weist drop hinn, dass si e Schëpfer muss hunn. An dëst
gewaltegt an onendlecht Weltall soll sech selwer erschaf hunn ...? All dës handgräiflech Beweiser ginn hei opgezielt
fir dass mir eis Aen opman. Eis Aen an eis selwer.
123 Firwat d’Mënschheet en Erzéier brauch
123t Sendung, den 13ten a 14te September 2002. Aus dem Buch: Beäntwert Froe vum 'Abdu'l-Bahâ. Wa mer eis
d’Welt ukucken, gesi mer, dass d’Mineralien, d’Planzen, d’Déieren an d’Mënschen en Erzéier brauchen.
Wann d’Äerd net ugebaut gëtt, gëtt si zur Wildnis wou Onkraut wiesst. Wann de Bauer awer d’Äerd beackert,
bréngt si Friichten ervir, .... Doraus ergëtt sech kloer, dass d’Bearbechtung vun der Äerd duerch de Bauer néideg
ass. Kuckt ich d’Beem un. Ouni d’Fleg vum Gäertner gi si keng Friichten, an duerch Fleeg, Vereedelung an
d’Schneiden, ginn d’Beem, déi virdru batter Friichten haten, séiss. ...
Kuckt iech op déi selwecht Manéier d’Déierewelt un: Gëtt en Déier vum Mënsch geflegt an erzunn, da gëtt et en
Hausdéier. Wann de Mënsch awer ouni Erzéiung opwiesst, gëtt hien zum Déier, a wann en der Natur aleng
iwwerlooss gëtt, huet e méi en niddrege Stellewäert wéi d’Déier. Wann de Mënsch awer richteg erzu gëtt, ... kann e
wonnerbar Saache man. ...
D’Erzéiung bréngt wonnerbar Handwierker zur Vollkommenheet an herrlech Wëssenschaften a Kënschten, genee
sou wéi nei Entdeckungen a Gesetzer. Géif et keen Erzéier, hätte mer all déi Saachen net, déi eist Liewe bequem a
méi liicht man, genee sou wéi Kultur a Mënschlechkeet. Wann een e Mënsch an der Wildniss sech selwer
iwwerléisst a wann hie sengesgläiche net gesäit, gëtt en ouni Zweiwel wéi en Déier. Domat gesäit een op en Neits,
wéi noutwendeg en Erzéier fir eis ass.
Et gëtt déi kierperlech Erzéiung, déi mënschlech an déi geeschteg Erzéiung. Déi kierperlech Erzéiung befaasst sech
mam Fortschrëtt an der Entwécklung vum Kierper, andeem si materiell Erliichterungen an Entspanung mat sech
bréngt. Si ass gutt fir de Mënsch a fir d’Déier.
Déi mënschlech Erzéiung bedeit Kultur a Fortschrëtt, Regierung, Verwaltung, ... Verkéier, Handel a Commerce,
Konscht, Wëssenschaften, grouss Erfmdungen an Entdeckunge vu physikalesche Gesetzer. Hei gesäit een däitlech
den Ënnerscheed vum Mënsch mam Déier.
Déi geeschteg Erzéiung ass näischt anescht... wéi déi gëttlech Erzéiung. Duerch si léiert de Mënsch gëttlech
Vollkommenheeten. Si ass déi wierklech Erzéiung, well op dëser Stuf weist sech dat Gëttlecht am Mënsch: Wéi mer
an den hellege Schrëfte liese kënnen: „Loosst ons de Mënsch no eisem eegene Bild erschafen. Dës Stuf déi
geeschteg Erzéiung ass dat héchstent Zil vun der Mënschheet. “
Natierlech brauche mer dofir en Erzéier, een deen Autoritéit an deenen dräi Beräicher huet, dem kierperlechen, dem
mënschlechen an dem geeschtegen. Fir sou eng gewalteg Aufgab ze erfëllen, geet eis mënschlech Kraaft sécher net
duer. Wéi wier ee Mënsch ouni Hëllef an der Lag, sou eng Erzéiung an d’Weeër ze leeden? E brauch also eng
geeschteg, gëttlech Kraaft, déi him dobäi hëlleft. Eng eenzeg helleg Séil kann d’ganz Mënschheet beliewen an
d’Ausgesinn vun eisem Planéit veränneren. Si vereenegt d’Vëlker an d’Reliounen. Si mécht d’Mënsche fräi vun der
Onvollkommenheet a gëtt hinnen eng Sehnsucht an e Verlangen no ugebuerenen an erléierten Dugenden. Sécher
muss d’Kraaft, déi sou eppes fäerdeg brénge soll, gëttlech sinn.
Eppes, wat all d’Regierungen an d’Vëlker vun der Welt mat all hirer Muecht net fäerdeg bréngen, gëtt duerch eng
helleg Séil ouni Hëllef virubruecht. Sou huet Jesus Christus et fäerdeg bruecht verschidde Vëlker zu senger Zäit ze
vereenen. Ënnert dem Afloss vum Chrëschtentum goung dës Eenegkeet bei verschidde Vëlker sou wäit, dass si hire
Besëtz an hiert d’Liewen ee fir deen anere ginn hunn. No der Zäit vum Konstantin, dem Virkämpfer fir
d’Chrëschtentum, gouf et allerdéngs nees Oneenegkeet ënnert hinnen. Dat heescht Christus huet dat fäerdeg bruecht
wat all d’Kinneken op der Welt net konnten. Duefir musse mer kucken ob déi gëttlech Offenbarer, dat heescht
d’Begrënner vun de grousse Reliounen, ob si all dës Eegeschaften haten. Ouni dës Eegeschaften a
Vollkommenheete kënne si keng richteg Erzéier sinn.
Eis Welt brauch en Erzéier an eng Erzéiung déi eng gëttlech Kraaft huet. An dat ass eng Noutwendegkeet. A fir eis
Zäit ass dat Bahâ’u’llâh.
124 Bescheidenheet, eng Dugend
124t Sendung, den 20ten an 21te September 2002. Am Franséische gëtt Bescheidenheet an Demut mat humilité
iwwersat a mam Spréchwuert: Mam Hutt an der Hand kënnt een duerch d’ganzt Land.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 90 -
Wann ee bescheiden ass, dann heescht dat, dass ee selwer net méi wichteg ass wéi déi aner Leit. Et ass ee frou
aneren en Déngscht kënnen ze erweisen an et gëtt een sech bewosst dass d’Besoine vun aneren och wichteg sinn.
Wann ee bescheiden ass, kritiséiert een net déi aner. Et kritiséiert een sech selwer och net an et mécht een sech och
net selwer erof. Bescheidenheet an Demut hëlleft eis ze verstoen dass d’Liewen do ass fir ze léieren. Et ass een sech
bewosst dass et egal ass wéivill ee weess, et weess een ni alles. Dat bedeit och dass ee vu sech selwer net erwaart
perfekt ze sinn. Et ass ee bereet vu senge Feeler ze léieren. A wann een Hëllef brauch, ass een net ze stolz fir ze
froen.
Bescheidenheet heescht dat Bescht ze man ouni seng Nues wëllen iwwerall virbäi ze hunn. Et heescht einfach dat ze
ginn wat een ze ginn huet an net well ee wëllt cool sinn an op déi aner wëllen e gudden Androck man. Einfach ginn,
well e wëllt ginn.
Firwat da bescheiden an demütig sinn? Bescheidenheet ass wichteg well et eis hëlleft dass mir eis op eisen eegene
Wuesstum konzentréieren an net op d’Feeler vun deenen aneren. Wann ee sech Suerge mécht op een deenen aneren
impressionéiert, fänken déi aner un, engem ze soen wat si gär hätten an et verléiert een en Deel vu sech selwer.
Bescheidenheet hëlleft eis vun eise Feeler ze léieren amplaz sech dofir ze schummen. Bescheidenheet an Demut
hëllefen eis vun aneren ze léieren. Et hält eis ewech vu Virurteeler an dovunner, aner ze jugéieren.
De Bahâ’u’llâh schreift: « L'humilité exalte l'homme jusqu'aux cieux de la gloire et de la puissance, alors que
l'orgueil l'abaisse jusqu'auxprofondeurs de la misère et de la dégradation. » « Geseent ass dee Punkt, an datHaus,
an déi Plaz, an déi Stad, an dat Häerz, an dee Bierg, an deen Ënnerdaach, an déi Hiel, an deen Dall, an dat Land,
an dat Mier, an déi Insel, an déi Wiss wou Gott ernimmt a Säi Luef verherrlecht gouf. »
Dëse Samschdeg ass den intemationalen Dag vum Fridden, hei zu Lëtzebuerg mat Manifestatiounen ënnert dem
héije Patronage vun eiser Grossherzogin Maria Thérèse, Ambassadrice vu guddem Wëlle bei der UNESCO. Dir
fannt ënnert aneren och de Bahâ’i Stand Samschdes mëttes vun 2 bis 5, an zwar um Knuedler. Owes um 8 dann zu
Ettelbréck am Centre des Arts Pluriels e Concert mam Orchester vum Fridden. Virum Concert kënnt iech un enger
Table Ronde mam Orchester bedeelegen an dat mat Schüler aus de Lycée vun Dikrech an Ettelbréck. Den Orchester
vum Fridden setzt sech aus 40 professionelle Museker vun arabeschem an israeleschem Ursprong zesummen. Den
Orchester wëllt e Wee sinn, fir um Friddensprozess am mëttleren Orient matzeschaffen.
Sonndes mëttes am Cercle um 5 Auer kënnt der iech u Gebieder fir de Fridde bedeelegen, an dat mat 4 reliéis
Communautéiten, déi chrëchstlech, déi jiddesch, déi musulmanesch an d’Bahâ’i Relioun. Méi Info iwwer all dat op
der Intemetsäit www.paix.lu Fir d’Koordinatioun suergt d’Caritas Lëtzebuerg, tel: 40 21 31. Ënnerstëtzt gëtt dëse
Projet vum Ministère des Affaires étrangères. Dës Rubrik gëtt iech wéi gewinnt offréiert vun de lëtzebuerger
Bahâ’i, um Netz ënnert www.bahai.lu
125 Le mois de la volonté (op franséisch)
125t Sendung, 27ten an 28te September 2002. Tous les 19 jours, les baha’is accueillent un nouveau mois de leur
calendrier et le fëtent. Chaque mois porte un nom, symbole d’une des vertus divines.
Hier soir, nous étions réunis avec quelques amis pour partager ensemble un moment de recueillement et de joie et
pour fëter le commencement du mois de la volonté. Esther avec nous aujourd’hui en studio, va nous lire quelques
extraits des Ecrits Baha’is qui illustrent ce thème de la volonté et nous propose une petite réflexion â ce sujet.
« Les plus puissants instruments d’éducation de la race humaine ont été envoyés du ciel de la volonté divine pour
ennoblir le monde de l’existence et élever l’âme et l’esprit des hommes... Tous les ouvrages merveilleux que vous
contemplez en ce monde sont dus â sa souveraine et sublime volonté et â l’éxécution de son inflexible etprodigieux
dessein... »
Une grande majorité des ëtres humains sont saisis par un sentiment de découragement et d’impuissance quand ils
sont confrontés â des épreuves de la vie, ou bien quand ils prennent conscience des injustices et des malheurs qui
assaillent la Terre. Ils aimeraient tant que cela change, ils aimeraient tant qu’il y ait plus de justice et que le chemin
vers le bonheur soit pour tous plus facile....mais que pouvons-nous faire face au « système » ? se disent-ils. Chacun
d’entre nous est si petit et impuissant mëme si on a de la « bonne volonté »
Les Ecrits baha’is nous enseignent que trois piliers sont indispensables pour notre développement personnel et
spirituel: l’amour, la connaissance et la volonté. Sur chacun, nous pourions nous arrëter des heures, cher Jean-
Marie et chers auditeurs, mais ce que nous pouvons proposer â la réflexion aujourd’hui, c’est juste quelques idées
sur la volonté, inspirées des principes baha’is. La volonté suprëme est entre les mains de Dieu, c’est par Sa volonté
que la vie a été insuflée et chaque élément de Sa création témoigne de Sa munificence, l’ëtre humain est un reflet de
Sa beauté. Cependant, nous ne devons pas oublier, nous disent les Ecrits Bahâ’i que toutes les vertus divines sont
inscrites en nous en potentiel et c’est par notre volonté propre d’individus libres et responsables que nous pouvons
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-91 -
les découvrir et les développer. Sans volonté, nous ne pouvons dépasser un stade primitif d’ëtres soumis â des
pulsions sur lesquelles ils n’exercent aucun contröle. Sans volonté, nous ne pouvons nous transcender et nous élever
au-dessus de notre condition matérielle pour atteindre ces qualités du monde de l’esprit... 'Abdu'l-Bahâ nous parle
de « l ’art divin de vivre » en décrivant toutes ces vertus qui pourraient ennoblir nos caractères et nos vies si nous
décidions volontairement et en toute conscience de consacrer nos vies non â nous soumettre â la matière et â nous
résigner face â ce qui nous parait ëtre la puissance , alors qu’elle n’est que force éphémère, mais plutöt â aimer
Dieu, â nous efforcer de Le connaitre, de se rapprocher de Lui dans toutes nos pensées et nos actes.... Exigeant ?
oui, bien sür, difficile ?, oui, bien sür, mais nous avons le choix, nous résigner, assister impuissants â la destruction
de l’humain, subir nos vies et mourir sans s’ètre réellement sentir vivre ou exiger de nous -mëmes de toujours aller
vers le meilleur de notre ètre, se lever pour agir, confiants que Dieu nous assistera toujours mëme dans les pires
moments et sentir qur l’on grandit et que l’on s’élève.... L’océan tout-puissant n’est-il pas constitué d’une infmité
de gouttes d’eau ? Chacun d’entre nous n’est qu’une goutte, chacun d’entre nous n’est qu’un petit maillon de la
chaine humaine mais si nous nous levons, animés de la volonté de plaire â Dieu et de Le servir, en respectant Ses
commandements qui sont d’aimer et de servir l’humanité, alors nous pourrons nous transformer et transformer la
condition humaine... Un extrait des Ecrits : « Levez-vous donc, et de tout l'enthousiasme de vos coeurs, de toute
l'ardeur de vos âmes, de la pleine ferveur de votre volonté, et de toute la puissance de vos énergies, efforcez-vous
d'atteindre le paradis de sa présence, de respirer le parfum de la Fleur incorruptible et les douces saveurs de la
sainteté, et d'obtenir enfin votrepart de cettefragrance de gloire céleste....Celui qui suivra ce conseil brisera ses
chaines, s'abandonnera aux extases de l'amour, comblera le désir de son coeur et remettra son âme â Dieu. Brisant
les barreaux de sa cage, telle la colombe mystique, ilprendra son essor vers son nid d'éternelle sainteté. »
126 Bahâ’f Gebieder
126t Sendung um Radio Ara, 4ten a 5ten Oktober 2002. Mat vill Freed wëll ech Iech haut e puer Gebieder aus de
Bahâ’i Schrëften op Lëtzebuergesch virliesen. Mat der Hoffnung dat se iech sou gutt doe wéi se mir ëmmer erëm
hëllefen. Bahâ’i Gebieder gi fir vill Geleeënheete gebraucht. Et gi Gebieder fir Kanner, fir Familljen, Gebieder fir
speziell Geleeënheeten, Gebieder fir eise geeschtegen a materielle Wuesstem a Gebieder fir einfach Merci ze soen.
E Gebiet ass ëmmer eng Form vu Meditatioun, e Moment wou ee kann ofschalten, erauskommen aus den
alldeegleche Problemer, e Moment wou ee kann nei Kraaft kréien. D’Bahâ’i Gebieder sinn authentesch, dat heescht
mir wëssen dass si selwer vum Begrënner, also vu Bahâ’u’llâh sinn, oder sengem Jong, 'Abdu'l-Bahâ oder vum
Virleefer vun der Bahâ’i Relioun, dem Bâb. Aus dem original Arabeschen a Perseschen si si an d’Englescht
iwwersat, an dann an all déi aner Sproochen. Fänke mer mat engem vun den deegleche Gebieder un:
„Ech sinn Zeien, o mäi Gott, dass Du mech erschafhues fir Dech ze erkennen an Dech unzebieden. Ech bekennen
an dësem Abléck meng Schwächt an Deng Muecht, meng Aarmut an Däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser
Dir, Deen deen hëlleft a Gefor, Deen deen duerch Sech selwer ass. “ Bahâ’u’llâh
Elo e Gebiet wat ee ka soe wann ee krank ass: “Däin Numm ass mengHeelung, o mäi Gott, an d’Erënnerung un
Dech meng Medezin. No bei Dir ze sinn ass meng Hoffnung, an d’Léiftfir Dech ass mäi Geleet. Deng
Baarmhäerzegkeetfir mech ass meng Heelung a meng Hëllef a béide Welten, an dëser an an där déi kënnt. Du bass
wierklech Deen, dee ganz a guer gutt ass, deen alles weess a fir alles eng Léisung kennt. “ Bahâ’u’llâh
„Maach mäin Häerz reng, o mäi Gott, a gëff mir op en neits e rouegt Gewëssen, o meng Hoffnung! Stäerk mech
mam Geescht vun der Muecht, déi an Denger Saach läit, o meng grouss Léift, a looss mech Däi Wee kucken duerch
d 'Liicht vun Denger Herrlechkeet, o Du Zil vu mengem Verlaangeren! Erhief mech mat der Kraaft vun Denger
gréisster Muecht an den Himmel vun Denger Hellegkeet, o Quell vu menger Existenz, an erfree mech duerch den
duusse Wand vun Denger Eiwegkeet, o Du, deen s Du mäi Gott bass! Looss Deng éiweg Melodië mech mat Rou
iwwerstréimen, o mäi Begleeder, a looss de Räichtem vun Dengem uréiwege Gesiicht mech fräimaache vun allem
ausser Dir, o mäi Meeschter, a looss d’Nouvelle vun der Offenbarung vun Dengem onvergängleche Wiese mir
Freed bréngen, o Du, deen Evidentste vun allem wat evident ass, an dee Verbuergenste vun allem wat verbuergen
ass!“ Bahâ’u’llâh
„ Gëtt et een, dee Schwieregkeeten ewechhëlt ausser Gott? So: Gelueft sief Gott! Hien ass Gott! All si Seng Denger,
an all hale sech u Seng Geboter. “ Bâb
„ O Gott! Erfrësch an erfree mäi Geescht. Maach mäin Häerz reng. Looss meng Kräften opliichten. Ech leeën all
meng Affären an Deng Hand. Du bass deen, dee mech leet an an deem ech en Ënnerdaach fannen. Ech wäert net
nach méi laang traureg a gedréckt sinn; ech wäert e glécklecht afrout Wiese sinn. O Gott! Ech wäert net nach méi
laang voller Angscht sinn, an och de Suergen et net erlabe fir mech ze péngegen. Ech wäert mech net mat deene
verdrëssleche Saache vum Liewen ophalen. O Gott! Du bass fir mech e bessere Frënd wéi ech etfir mech selwer
sinn. Ech weie mech dir, o Här. ” ‘Abdu’l-Bahâ
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 92 -
128 Nohalteg zesummeschaffen, an dat nom llte September
128t Sendung um Radio Ara, 18ten Oktober 2002. news.bahai.de - Presseinformationen, Statements und
Mitteilungen der Baha'i-Gemeinde in Deutschland. Nachhaltig zusammenarbeiten! Lemprozesse der Religionen
nach dem 11. September 2001
Am 11. September 2002 jähren sich die Anschläge in New York und Washington - ein Angriff, bei dem auch
religiöse Motive eine Rolle gespielt haben. Als Mitglieder am Runden Tisch der Religionen in Deutschland fragen
wir, welche Folgen nicht nur kurz-, sondern längerffistig zu bedenken sind und was insbesondere die
Religionsgemeinschaften lernen müssen:
1. Die Religionen sind zu einer Weggemeinschaft bemfen. Dabei brauchen wir den Mut, uns gegenseitig vor
ideologischem Missbrauch zu wamen.
2. Die Ursaachen der Gewalt liegen tief. Zu ihnen gehören soziale und wirtschaftliche Verarmung, religiös-
kulturelle Nichtachtung und verletztes Selbstbewusstsein ebenso wie religiöser Fanatismus und politischer
Missbrauch religiöser, kultureller und nationaler Gefühle. Im Hintergrund stehen oft Wunden, die man sich in
der Geschichte der Religionen zugefügt hat.
3. Der Terror des 11. September 2001 in den USA ist vom Ausmaß und seiner menschenverachtenden Bmtalität
her unfassbar. Für Religionsgemeinschaften bedeutet er eine Herausforderung ganz eigener Art.
4. Auch wenn terroristische Taten nur religiös verbrämt, aber nicht motiviert sind, gibt es in
Religionsgemeinschaften Sichtweisen, die sie stützen und fiir die die Religionsgemeinschaften
Mitverantwortung tragen.
5. Wir betonen deshalb: Die Religionsgemeinschaften sind ihrem Glauben und damit auch dem Gemeinwohl
verpflichtet. Sie miissen - zusammen mit Vertretem der Politik, der Wirtschaft und der Erziehung - daran
mitarbeiten, die Mechanismen aufzudecken, die zum Terror fiihren. Sie sind insbesondere gefordert, ein
Netzwerk fiir die Entwicklung von Frieden und Gerechtigkeit mit aufzubauen.
6. Gefordert ist eine religiöse Ethik, die über die eigene Glaubensfamilie hinaus weist und die Bereitschaft zur
Mitarbeit an der Weltgemeinschaft weckt. Nicht nur in Wirtschaft und Politik, sondem auch in den Religionen
und Kulturen muss global gedacht und gehandelt werden.
7. Gleichzeitig ist eine wirksame institutionelle Form für das interreligiöse Krisenmanagement gefordert: Über die
Aburteilung jeglichen Terrors im Namen der Religionen hinaus müssen Stmkturen entwickelt werden, um bei
gegenseitigen Beschuldigungen und Verletzungen im Gespräch zu bleiben, an der Deeskalation von
Gewaltaktionen mitzuwirken und Versöhnungsprozesse in Gang zu setzen.
Der 11. September 2001 verlangt nachhaltiges Denken und Handeln:
• in einer kontinuierlichen Begegnung und Verständigung zwischen Menschen verschiedener Religionen und
Kulturen,
• in einer Erziehung, die Vorurteile überwindet und in der Verletzungen der Vergangenheit aufgearbeitet werden,
• in einer Bildung, die das je eigene religiöse und kulturelle Erbe lebendig macht und fruchtbar werden lässt für
eine vielfältige, nicht "gleichgeschaltete" Gemeinschaft,
• im Einsatz für Benachteiligte und an den Rand gedrängte Bevölkemngsgruppen,
• in einer Integrationsbemühung, in die sich alle mit ihren Fähigkeiten und Besonderheiten gleichberechtigt
einbringen können.
Wir hoffen, dass vom "Tag der Religionen", der von uns angeregt wurde und am 14. November 2002 erstmals in
Hamburg stattfinden wird, nachhaltige Verständigungsimpulse ausgehen.
Bonn, im September 2002
Für den Nationalen Geistigen Rat der Bahâ i: Dr.N. Towfigh
Für die Deutsche Buddhistische Union: Dr. A. Weil
Von der Evangelischen Kirche: Bischöfin B. Wartenberg-Potter
Vorsitzender des Islamrates: A. Kizilkaya
Für den Zentralrat der Juden in Deutschland: N. Kalmanowicz
Für die Orthodoxe Kirche: Metropolit Dr. Serafim
Von der Röm.-Katholischen Kirche Weihbischof Dr. H-J. Jaschke
Vorsitzender des Zentralrates der Muslime: Dr. N. Elyas
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-93 -
Nationaler Geistiger Rat der Baha'i in Deutschland e.V.
Wéi ëmmer gouf iech dës Emissioun präsentéiert vun de lëtzebuerger Bahâ’i.
129 Geeschteg Grondlage vum Bahä’i Liewen a wéi d’Bahä’i d’Zukunft gesinn
129t Sendung um Radio Ara, 18ten an 19ten Oktober 2002. Wëllkomm bei eiser 129ter Bahâ’i Emissioun um Radio
ARA. Haut mat e puer Froen an Äntwerten: Wat sinn déi geeschteg Grondlage vum Bahâ’i Liewen?
Virun allem dem Herrgott kënnen ze vertrauen an dat zu allen Zäiten an ënner allen Emstänn. Konkret heescht dat
fir mech, dass wann ech mäin Deel a mengem Liewe richteg gestalten, also no de Léiere vu Bahâ’u’llâh, kann ech
mat rouegem Gewësse Gott vertrauen, och a schwéieren Zäiten.
Bahâ’i sinn heescht och eemol am Dag bieden, an aus de Bahâ’i Schrëfte liesen, sief et och nëmmen ee Satz an dat
am Geescht vum Nodenken an der Meditatioun. E Bahâ’i probéiert op mannst eemol a sengem Liewe eng Pilgerrees
ze man, an dat an d’hellegt Land, Israel, do wou de Begrënner vun der Relioun begruewen ass, Bahâ’u’llâh. Wärend
9 Deeg kritt een am geeschtegen an am administrative Weltzentrum d’Méiglechkeet, méi genee d’Bahâ’i Geschicht
kennenzeléieren, mat engem Guide, mat Konferenzen a mat der Méiglechkeet vill Zäit an de Bahâ’i Gäert ze
verbréngen. Ausserdeem begéint all Pilger wärend senger Rees d’Membere vum héchste Bahâ’i Conseil, am
Weltzentrum op eng relax Aart a Weis a bei enger Taass Téi.
Bahâ’i sinn heescht och eemol am Joer 19 Deeg Faaschten, vum 2te bis den 21te Mäerz, an dat vu moies bis owes.
An all grouss Relioun fanne mer eng Faaschtenzäit, déi haaptsächlech dozou déngt, flr sech eemol am Joer eng
zäitlaang kënnen op déi geeschteg Säit vun eisem Liewen ze konzentréieren.
Bahâ’i sinn heescht net zu gudder lescht sech um Déngscht un der Mënschheet anzesetzen.
Wéi gesinn d’Bahâ’i dann d’Zukunft? D’Bahâ’i gleewen un eng positiv Zukunft vun der Mënschheet. Bahâ’u’llâh
schreift dass „ dës verdieflech Kricher verginn an dass de gréisste Fridde komme wäert. “ Weider schreift hien: "In
diesem wunderbaren Zyklus aber wird die Erde verwandelt und die Welt der Menschheit mit Frieden und Schönheit
geschmückt... Die Starken und die Schwachen, die Reichen und die Armen, die streitenden Sekten und die
verfeindeten Nationen, die dem Wolf und dem Lamm... gleichen, werden in größter Liebe, Freundschaft,
Gerechtigkeit und Unparteilichkeit zusammenwirken."
"Nationale Rivalität, Haß und Intrigen werden aufhören, Feindseligkeiten und Rassenvorurteile werden durch
Freundschaft, Verständigung und Zusammenarbeit ersetzt werden. Die Ursachen religiöser Zwistigkeit werden fiir
immer aus dem Wege geräumt werden; wirtschaftliche Schranken und Hindernisse werden völlig beseitigt, der
maßlose Klassenunterschied verwischt werden... Ein Weltbundsystem, das die ganze Erde beherrscht und
unanfechtbare Amtsgewalt iiber ihre unvorstellbar großen Hilfsquellen hat, ... dessen Leben von der allumfassenden
Anerkennung eines Gottes und vom Gehorsam gegen eine gemeinsame Offenbarung getragen ist — dies ist das Ziel,
dem die Menschheit, durch die vereinenden Lebenskräfte angetrieben, zustrebt."
Weltwäit schaffen d’Bahâ’i konkret un dëser Realisatioun an offréieren der Mënschheet d’Modell vun hirem
Glawen. Haut, no e bësse méi wéi 150 Joer, sinn dat iwwer 6 Millioune Bahâ’i weltwäit. Wéi ëmmer gouf iech dës
Rubrik offréiert vun de lëtzebuerger Bahâ’i.
130 Bahä’I Texter a Schrëften
130t Sendung um Radio Ara, lten an 2ten November 2002. D’Bahâ’i Relioun huet e ganze Koup authentesch
Schrëften. De Reliounsstëfter Bahâ’u’llâh selwer an aner zentral Perséinlechkeeten hunn handschrëftlech oder vun
hinne bestätegt Opzeechnungen hannerlooss, déi am perseschen, arabeschen oder engleschen Original erhale sinn.
Haut ginn et Iwwersetzungen an all de grousse Sprooche vun der Welt. Bei dëse Schrëften handelt et sech ëm ganz
ënnerschiddlech Texter, sou zum Beispill Bréiwer u Privatpersounen, Sendschreiwen un Herrscher, Bicher,
Ofhandlungen a kuerz Texter. Dorënner fënnt ee Gebieder, saachlech Ausemanersetzungen, Äntwerten op Froen,
lyresch oder mystesch Passagen, an historesch Aufsätz.
Fir e Bahâ’i verbindlech sinn d’Schrëfte vun dësen Auteuren:
De Bâb, (dee vun 1819 bis 1850 gelieft huet), Stëfter vun der Bâbi-Relioun a Virleefer vu Bahâ'u'llâh. Hien huet
d’Komme vun engem neie Gottesoffenbarer verkënnegt. Bahâ'u'llâh, 1817-1892, Begrënner vun der Bahâ’l Relioun.
AbduT-Bahâ, 1844-1921, Jong vu Bahâ'u'llâh an autoriséierten Interpret vu senge Schrëften. De Shoghi Effendi,
1897 - 1957, Enkel vum AbduT-Bahâ a Leader vun der weltwäiter Bahâ’icommunautéit, an dat a Virbereedung op
d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet, déi héchst Kierperschaft an der Bahâ’i Weltgemeng; dëse Gremium gëtt
säit 1963 all 5 Joer gewielt an huet säi Sëtz zu Haifa an Israel. Opgrond vun hirer zugläich dezentraler Stmktur gëtt
et an der Bahâ’i Weltcommunautéit nach weider Institutiounen, déi, ënner anerem duerch PresseCommuniqueeën
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 94 -
hire Beitrag zur Förderung vu Welteenheet leeschten, sou zum Beispill d’intemational Bahâ’icommunautéit oder
déi National Geeschteg Réit vun all Land.
Hei elo e puer vun den Themen déi träitéiert ginn : Eng nei Weltuerdnung, Fridden, déi wirtschaftlech a sozial
Entwécklung, d’Famill, d’Erzéiung, d’Ëmwelt, Fraen, d’international Bahâ’i Gemeng an d’Vereenten Natiounen,
d’Mënscherechter an d’Verfollegunge vun de Bahâ’i am Iran.
Zum Thema Erzéiung seet Bahâ'u'llâh dass et jidderengem seng Flicht ass sech Wëssen unzeeegnen. Dobäi sollten
awer déi Wëssenschafte studéiert ginn, déi de Vëlker op der Äerd eppes nëtzen an net déi, déi mat Wierder ufänken
a mat Wierder ophalen. Vill verdanken d’Vëlker vun der Welt de Wëssenschaftler an den Handwierker. Wëssen ass
wierklech e Schatz fir de Mënsch, eng Quell vu Ruhm, Groussmut, Freed an Erhuewenheet. 1 2 Wéi ëmmer gouf iech
dës Rubrik offréiert vun de lëtzebuerger Bahâ’i.
131 Wat bréngt et u Gott ze gleewen?
131t Sendung um Radio Ara, 8ten an 9ten November 2002. Abee, ech hu mer d’Fro gestallt well ech an de Bahâ’i
Schrëfte liesen et soll ee sech Gott ganz uvertrauen. Firwat dann? Eng Méiglechkeet dëst Thema unzegoen ass déi
heiten: Wann ee sech de Mënsch a sengem Alldag ukuckt, mierkt ee séier, wivill Aschränkungen hien am Fong
huet. Eng Rei Saachen an eisem Liewen ënnerleien einfachen Noutwendegkeeten, deene mer wierklech net entgoe
kënnen. Iessen an Drénken, schlofen an iergendwann eng Kéier stierwen. An eisem Liewe komme Momenter wou
mer net sou gutt drop sinn, wou mer krank sinn, entweder wou eise Kierper neméi matspillt oder eise Geescht. Mir
hu Problemer am Stot, op der Aarbecht, jee et kënnt fir dass mer de Kopplabunz schloen, dass alles eis iwwer de
Kapp wiesst.
Et ass grad a sou Momenter, an dëse Phase vun eisem Liewen, wou mer eis d’Fro stellen. Ma gëtt et da keen dee
mer hëllefe kann, sinn ech da ganz aleng op mech ugewisen. Grad do froe sech vill vun eis; wann et eng Kraaft gëtt
déi net mënschlech ass, déi net deene selwechte Contrainten ausgesat ass wéi mir, kann si eis dann net hëllefen.
Kënne mer un eppes gleewe wat mer net gesinn, wat mer net kënnen upaken?
Eng éischt Méiglechkeet ass ze soen: Allé Jean-Marie, rapp dech um Rimm, huel der Zäit, mach eng Paus a gleef
nees un dech selwer. An dat ass gutt esou. U sech selwer gleewen ass menger Meenung no den Ufank vun engem
neien Ufank, mat Hoffnung, Vertrauen an Zouversiicht. Wat hunn ech da méi u Kraaft wann ech un en Herrgott
gleewen, un eng Stäerkt, eng Ressource, déi fräi ass vun de Contraintë vun eisem Liewen. Eng Stäerkt, déi mir jo
am Fong net verstoe kënnen. Gleewen, dass et esou eng Kraaft gëtt, hëlleft mir, mech ze situéieren, do wou ech
stinn, wat meng Fäegkeete sinn, wat ech ka man a wat net. Ech mierken dass et mäin eegene Wëlle gëtt, mat all
menge Wënsch fir mech selwer, fir d’Leit ronderëm mech a fir d’Mënschheet. An dass et e Wëlle gëtt op deen ech
keen direkten Afloss hunn. De Wëlle Gottes. A wann ech vum Wëlle Gottes schwätzen dann denken ech un en
Herrgott deen et gutt mat eis mengt. A wéi weisst hien eis seng Guttheet, vu dass mir Hie jo am Fong net verstoe
kënnen? Duerch seng Propheten, oder wéi mir soen, seng Gottesoffenbarer, also näischt anescht wéi Erzéier.
Krishna, Zarathrustra, Buddha, Abraham, Moses, Christus, Mohamed, de Bâb a Bahâ’u’llâh. Si vermëttelen eis
d’Léift vun eisem Schëpfer fir seng Schëpfung. Dës Erzéier hannerloossen eis hiert Liewen an hir Texter, déi mir
helleg Schrëften nennen. Dës Texter passen sech der jeeweileger Zäit un, dat wat mir Mënsche brauchen. An de
Verbuergene Wierder, engem hellegen Text aus de Bahâ’i Schrëfte, schreift Bahâ’u’llâh mat der Stëmm vum
Herrgott a seet eis an engem Saz firwat hien eis erschaf huet: „ Verstoppt a mengem éiwege Wiesen, wosst ech ëm
meng Léift fir dech, dofiir hunn ech dech erschaf, hunn dech no mengem Bild geschaf an hunn dir meng Schéinheet
offenbaart 1
Wann dës Kraaft mech interesséiert, dës onwahrscheinlech Ressource, wéi kommen ech drunn? Erëmm en Tuyau
dee mer an de Bahâ’i Schrëfte fannen: Mat der Stëmm vum Herrgott: „Sief frou mat mir, sou dass ech ka frou si
mat dir. Wanns du mech net gär hues, ka meng Léift dech nimols erreechen. Sief der deess bewosst“. 3
Natierlech erfëllen d’Gebieder op dëser Plaz hire Sënn, nämlech e Gespréich mam Herrgott. An dass dat net sou
ohne ass, brauch ech iech net ze soen. Mee do denken ech dass de Wee méi wichteg ass wéi d’Resultat. Einfach
d’Sich no der Wourecht, d’Sich no deem wat eis vläicht no dësem Liewen erwaart. Nach ni huet de Mënsch sech
zeffidde ginn, mat deem wat e mat senge bloussen A gesäit. Hu mir e geeschtegt A, eng Séil, a wat ass et? All dës
Froen sinn zentral fir eise geeschtege Wuesstum an hëllefen eis schlussendlech besser mat dësem Liewe eens ze
ginn! Meng Fro un iech: Hutt dir haut scho probéiert mam Herrgott Kontakt opzehuelen?
1 Akka 5:15
2 Bahâ'u'llâh, Déi Verbuerge Wierder, ISBN 978-2-9599754-0-0
3 idem, arabesch, no 5
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 95 -
Zum Schluss nach eng Invitatioun fir e Méindeg 1 lten November, owes um 7 Auer, zu Péiteng an der Maison de la
culture A Rousen, op der Maarktplaz. D’Bahâ’i Gemeng organiséiert d’Feiere vum Gebuertsdag vu Bahâ’u’llâh.
Kommt einfach bis laanscht. Si hunn e flotte Programm mat Musek, Gebieder a Kaffi an Taart fir iech virbereet.
Also nächste Méindeg, 1 Iten November, owes um 7 Auer, zu Péiteng an der Maison de la culture A Rousen, op der
Maarktplaz.
132 Wat et heescht als Bahâ’I ze liewen
132t Sendung um Radio Ara, 15ten a löten November 2002. Mam Komme vu Bahâ’u’llâh huet d’Mënschheet eng
nei Etapp an hirer Entwécklung erreecht. Si ass elo erwuesse ginn. Dat bedeit fir jiddereen net nëmme méi
Fräiheeten, awer och Verantwortung vu jidderengem fir d’Gemeinschaft a fir d’ganz Mënschheet.
An der Bahâ’i Relioun gëtt et keng Geeschtlech a keng Kierch. Jiddereen ass selwer opgefuerdert, no der Wourecht
ze sichen. Fir eis dobäi ze hëllefen, stinn eis e ganze Koup Schrëften zur Verfügung. All Aarbecht, déi am Geescht
vum Déngscht un der Mënschheet gemaach gëtt, ass an der Bahâ’i Relioun Gottesdéngscht. Relioun soll sech virun
allem an Aktiounen, net a Wierder ausdrécken. Mëttelpunkt vum Gemeinschaftsliewe vun engem Bahâ’i ass
d’Nonzéngdeegfest. An dat ass am Ufank vun all Bahâ’i Mount (E Bahâ’i Mount huet 19 Deeg).
d’Nonzéngdeegfest huet dräi Deeler. Eng Andacht mat Gebieder, en Deel Berodung vun der Gemeng an e gesellegt
Zesummesinn.
Fir déi geeschteg Entwécklung vum Eenzelne ginn et verschidde Virschrëften wéi dat deeglecht Gebiet oder
d’Faaschten. D’Gläichwäertegkeet vu Mann a Fra, d’Zil vun enger méiglechst gudder Erzéiung fir d’Kanner, sech
stänneg beméien, sech selwer weiderze entwéckelen an eng praktizéierend Gastfrëndlechkeet sinn e puer weider
Punkten, déi d’Liewe vun engem Bahâ’i ausmaachen.
Kucke mer eis e bësse méi genee den Deel vun der Bahâ’i Berodung un: Et ass dat en neie Wee fir Entscheedungen
ze fannen, wou ëmmer méi Mënschen d’Wourecht fannen oder wou si eppes decidéiere wëllen. Dës Form vu
Berodung brauch e kreatiivt Matschaffe vu jidderengem. Si erméiglecht et, aus all den Iddien a Virschléi zesummen
déi optimal Léisung erauszeschaffen.
Fir d’éischt ginn d’Tatsaachen an d’Fakten als Grondlag festgestallt. All Participant leet da seng Iddien op den
Dësch. Et spillt da keng Roll méi, vu wiem wéi eng Ausganksiddi eemol koum. Zesumme beméit jiddereen sech
dann, aus all de Beiträg eng optimal Entscheedung ze entwécklen, déi dann d’Eegentum vun der ganzer Grupp gëtt.
Op déi Aart a Weis kann e Gremium, eng Grupp oder eng Famill besser Resultater erreechen. Dës Berodung gëtt
besonnesch an de reegelméissege Gemengeversammlungen an an de gewielte Gremie praktizéiert. Fir
ofzeschléissen nach e klengen Text aus de Bahâ’i hellege Schrëften:
O Sohn des Geistes! Dies ist Mein erster Rat: Besitze ein reines, giitiges und strahlendes Herz, damit du
unvergängliche Souveränität erlangest, wärend von Ewigkeit zu Ewigkeit. 1
O Sohn des Geistes! Von allem das Meistgeliebte ist Mir die Gerechtigkeit. Wende dich nicht ab von ihr, wenn du
nach Mir verlangst, und vergiss sie nicht, damit Ich dir vertrauen kann. Mit ihrer Hilfe sollst du mit eigenen Augen
sehen, nicht mit denen anderer, und durch eigene Erkenntnis Wissen erlangen, nicht durch die deines Nächsten.
Bedenke im Herzen, wie du sein solltest. Wahrlich, Gerechtigkeit ist Meine Gabe und das Zeichen Meiner Gnade.
So halte sie dir vorAugen. 2
O Sohn des Menschen! Sprich nicht iiber die Siinden anderer, solange du selbst ein Siinder bist. So du dieses Gebot
iibertrittst, bist du verworfen - dies bezeuge Ich dir. 3
133 U Gott gleewen, an dann?
133t Sendung um Radio Ara, 22ten November 2002. Erkennen, dass et ee gëtt, deen eis erschaf huet, kann eis
hëllefen d’Welt besser ze verstoen. Mee wat maache mer domat. Mat deem Glawen, kënne mer do eppes damat
ufänken? Wéi kann den Herrgott eis da konkret hëllefen?
Abé, wa mer gleewen, dass den Herrgott eis duerch seng Propheten hëlleft, eist d’Liewen hei besser ze liewen,
lauschtere mer natierlech op dat wat si eis soen. An dat ass näischt anëscht wéi d’helleg Schrëfte vun de grousse
Reliounen. Fir e Bahâ’i kommen natierlech d’Schrëfte vun eisem Begrënner Bahâ’u’llâh dabei, genee sou wéi säi
Virleefer de Bâb a säi Jong 'Abdu'l-Bahâ. Dës Texter hunn eng Kraaft déi net vun dëser Welt ass. Sech vun der
1 idem, arabesch, no 1
2 idem, arabesch, no 2
3 Bahâ'u'llâh, Déi Verbuerge Wierder, arabesch, no 27
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 96 -
Schéinheet an der Déift vun dësen Texter ze inspiréieren ass dat éischt Resultat. Dat ass awer net alles. D’Schrëfte
sollen eis dozou ureegen, eist d’Liewen an dat vun eise Matmënschen ze verbesseren an dat op eng ganz konkret
Aart a Weis. Transformatioun vum Eeenzelnen ass d’Zil. „D ’Schrëfte vum Herrgott verstoen, ... ass op keng
Manéier ofliängeg vum mënschleche Wëssen. Et huet mat der Rengheet vum Häerz ze dinn, ... mat der Fräiheet vum
Geescht.“
Hei elo e puer vun dësen Texter aus de Bahâ’i Schrëfte fir Iech: „Et ass d’Flicht vun all Mënsch mat Asiicht a
Verständnes duerno ze striewen, dat wat hei niddergeschriwwen ass an d’Wierklechkeet an an d’Dot ëmzesetzen. “ I
„Als éischt muss de no Geeschtegkeet duuschtreg sinn, dann lief däi Liewen! Lief däi Liewen! Lief däi Liewen! Fir
dësen Duuschtze kréien, denk iwwer d’Liewen nom Doud no. Studéier d’heüeg Wierder, iies deng Bibei, lies
d’heileg Bicher a studéier besonnesch d’helieg Aussoe vu Bahâ ’u ’llâh. Gebiet a Meditatioun, huel derfir béid vill
Zäit. Da wäers de dëse groussen Duuscht spieren an nëmmen da kanns de ufänken, d’Liewen ze liewen .“ 2 3
„En neit Liewen duerchpulst an dëser Zäit all d’Vëlker vun der Âerd, an awer huet keen seng Ursaach entdeckt a
säi Grond erkannt. Kuck d’Vëlker vum Westen. Kuck wéi si op der Juegd no deem sinn, wat eitel a gemeng ass, wéi
si eng Onmass vu Liewe geopfert hunn an nach opferen,fir sech materieü Saachen ze sécheren, ...
Gerechtigkeit bekiagt an diesem Tage ihren schweren Stand, und Biiligkeit stöhnt unter dem Joch der
Unterdrückung. Dichte Wolken der Gewalt haben das Antlitz der Erde verfinstert und ihre Völker umhüllt. Durch
die Bewegung Unserer Feder der Herrlichkeit haben Wir auf Befehi des alimächtigen Gesetzgebers neues Leben in
jede menschliche Hiille gehaucht und frische Kraft in jedes Wort geflößt. Alles Erschaffene verkündet die Beweise
dieser weltweiten Erneuerung. Dies ist die größte, die froheste Botschaft, die der Menschheit durch die Feder dieses
Unterdrückten übermittelt wurde.
Sei freigebig im Glück und dankbar im Unglück. Sei des Vertrauens deines Nächsten wert und schaue hellen und
freundlichen Auges auf ihn. Sei ein Schatz dem Armen, ein Mahner dem Reichen, eine Antwort auf den Schrei des
Bediirftigen, und halte dein Versprechen heilig. Sei gerecht in deinem Urteil und behutsam in deiner Rede. Sei zu
keinem Menschen ungerecht und erweise allen Sanftmut. Sei wie eine Lampe fiir die, so im Dunkeln gehen, eine
Freude den Betrübten, ein Meer fiir die Dürstenden, ein schützender Portfiir die Bedrängten, Stiitze und
Verteidigerfür das Opfer der Unterdrückung. Laß Lauterkeit und Redlichkeit al! dein Handeln auszeichnen. Sei ein
Heim dem Fremdling, ein Balsam dem Leidenden, dem Fliichtling ein starker Turm. Sei dem Blinden Auge und ein
Licht der Führungfür den Fuß des Irrenden. Sei ein Schmuckfiir das Antlitz der Wahrheit, eine Krone fiir die Stirn
der Treue, ein Pfeiler im Tempel der Rechtschaffenheit, Lebenshauch dem Körper der Menschheit, ein Bannerfiir
die Heerscharen der Gerechtigkeit, ein Himmelslicht am Horizont der Tugend, Taufiir den Urgrund des
Menschenherzens, eine Arche auf dem Meer der Erkenntnis, eine Sonne am Himmel der Großmut, ein Stein im
Diadem der Weisheit, ein strahlendes Licht am Firmament deiner Zeitgenossen, eine Frucht am Baume der Demut.
3
134 Eis Relatioun mam Herrgott
134t Sendung um Radio Ara,29te November 2002
Eis Relatioum mat deem deen eis erschaf huet ass sécher ganz besonnesch. Op eng Manéier ass et wéi e Kontrakt
dee mir maachen. E Kontrakt tëschent mir a mengem Schëpfer. An deem Kontrakt füerdert den Herrgott vu mir e
gewësst Verhalen an Hie versprécht mir dofir seng Gnod. Gott vesprécht deem Gleewegen och, hien ni am Stéch ze
loossen, dat heescht dass Hien eis vun Zäit zu Zäit e Gottesoffenbarer, eng Manifestatioun schéckt. Fir haut ass dat
Bahâ’u’llâh.
Op Franséisch ass et une alliance, un covenant, eng Entente. Wéi all Gottesoffenbarer virun Him, huet Bahâ’u’llâh
e Versprieche gemaach, an zwar dass no Him en anere Gottesoffenbarer komme wäert. Awer net virun dausend
Joer. An dëser Relatioun ass et och wichteg ze wësse wéi de Glawen seng Eenheet behält. An dat ass am Bahâ’i
Glawen nei. Bahâ’u’llâh huet nämlech e Bündnes gemaach mat deenen, déi no Him kommen. D’Zentrum vun
dësem Bündnes ass 'Abdu'l-Bahâ. An der Persoun vu sengem eegene Jong, gëtt Hien him d’Verantwortung an
d’Erlaabnes seng Gesetzer a Léieren ze interpretéieren, ze weisen das dës Gesetzer a Léieren e ganz konkreten a
praktesche Wäert hunn a net zu gudder Lescht, dass si eng aussergewéinlech Kraaft duerstellen.
1 Verse Gottes, s.10
2 Abdu'l-Bahâ, Leitgedanken
3 Bahâ ’u ’llâh, Ährenlese
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 97 -
Mat dësem Verständnes a mat dëser Notioun vu Kontrakt tëschent dem Mënsch a sengem Schëpfer ass et vläicht
méi einfach ze verstoen, wat fir eng Relatioun mir mat Him hunn. Eng Relatioun vu Verantwortung, Rechter a
Flichten.
Den Nosrat Tirandaz, e Bahâ’i a franséische Wëssenschaftler, schreift a sengem neie Buch: Le Covenant dat heiten:
« En ce qui concerne la signification de l ’alliance baha ’ie : D ’abord, ily a l ’alliance que chaque prophète établit
avec l’humanité ou, plusprécisément, avec sonpeuplepour qu’il accepte et suive la Manifestation future qui sera
la réapparition de sa réalité.
L ’histoire spirituelle de l ’homme est l ’intégration de deuxprocessus imbriqués : c ’est d ’abord I ’histoire de
l’individu évoluant dans un laps de temps relativement court (l’espace d’une vie) du monde de la matière vers le
monde spirituel. Cette transformation s 'inscrit dans un processus plus ancien et plus large: celui de 1 ’évolution
collective de l’homme. Tout homme, dans le cheminement qui le mène de la prise de conscience de son entité
spirituelle ä sa Rédemption par le Verbe, intègre ces deuxprocessus dans une dynamiquepersonnelle. ...
La reconnaissance de la Manifestation de Dieu est un acte qui relève de l’évolution collective de I ’humanité (on ne
peut reconnaüre (Jésus) Muhammad ou le Bâb qu ’â partir d’une certaine époque de l ’histoire humaine) : une
Manifestation divine apparait en un lieu et en un temps correspondant au grand dessein de Dieu pour l’homme (en
tant qu’espèce), l’acceptation de cette Manifestation donne la vie et régénère le coeur. Cette acceptation relève de
la fidélité â la grande alliance de Dieu. En effet, l’alliance est un pacte liant l’homme â Dieu. Nous retrouvons cette
vérité dans tous les livres sacrés, exprimée de faqon plus ou moins voilée. »
Bahâ’u’llâh schreift: O amis ! « ...Nepréférezpas votre volonté â la mienne, ne désirez jamais ce que je n ’aipas
désiré pour vous, et ne m ’approchez pas avec un coeur privé de vie, souillé d’appétits et de désirs terrestres. Si
seulement vous pouviez sanctifier vos âmes,... »
Säi Jong ‘Abdu’l-Bahâ gëtt déi heiten Explikatioun zu dësem Zitat: <r Quant â la déclaration de Bahâ ’u ’llâh ...,
selon laquelle l 'homme doit renoncer â son moi. elle signifie qu ’il doit renoncer â ses désirs immodérés, â ses
ambitions égoistes et aux impulsions de son ëtre humain pour rechercher les saintes brises de l’esprit, suivre les
aspirations de son ëtre supérieur et se plonger dans l ’océan du sacrifice, le coeurfixé sur la beauté du Très-
Glorieux. »
Eng Fro déi een sech stelle kann: Hunn ech haut schonn iwwer meng Relatioun mat mengem Schëpfer nogeduecht?
Ech wënschen iech eppes Schéines!
135 Ethik a Wirtschaft, um Wee zu enger neier Weltuerdnung
135t Sendung, 6ten a 7ten Dezember 2002
Bahâ’i Neiegkeeten: Italien: D’Universitéit vu Bari féiert en neie Cours iwwer d’Ethik an d’Wirtschaft an. Dëse
permanente Cours baséiert sech op d’Bahâ’i Prinzipien an de Co-ordinator ass e gutt bekannte Bahâ’i Geschäftsmann.
De Kursus nennt sech: Ethik an Economie, um Wee zu enger neier Weltuerdnung a besteet aus zéng Seminaren, déi
sech op wesentlech Bahâ’i Wäerter konzentréieren, wéi zum Beispill Berodung, Gerechtegkeet an Ethik,
Gläichheet, universell Erzéiung an d’Eenheet vu Wëssenschaft a Relioun an dat am Bezuch op d’Welt vum
Commerce an der Wirtschaft.
D’Universitéit huet de Giuseppe Robiati als Co-ordinator fir de Cours emannt. Hien ass Member vun der Bahâ’i
Gemeng an Italien, e Geschäftsmann mat enger wäitleefeger Erfahrung am Engineering a Business Management,
souwéi am Beräich vun de mënschleche Ressourcen.
Den Här Robiati, Präsident vun S.C.A.C. eng féierend Firma an der italienescher Industrie, huet och eng Rei Bicher
geschriwwen, dorënner Glawen a Wellwirtschaft, eng Zesummenaarbecht: Eng Bahâ ’i Perspektiv, Den Herrgott an
d’Wirtschaft, eng Partnerschaft déi méiglech ass an Eng Wirtschaft fir eng nei Weltuerdnung. Den Här Robiati ass
och Member vum Europäesche Bahâ’i Wirtschaftsforum (EBBF), e Forum dee wesentlech dozou bäigedroen huet,
dass dëse Cours zustane koum.
D’Universitéit vu Bari ass déi zweet gréisst Uni an Italien, mat ëm déi 50.000 Studenten an enger Fakultéit vun ëm
déi 2200 Professeren. De Cours fänkt am März nächst Joer un. ...
De Professer Girone, Direkter vum der Wirtschaftsfakultéit, deen sech schonn zënter 1990 fir d’Präsentatiounen an
d’Virtreeg vum Här Robiati interesséiert sot: „Ech war immens ugezunn vun ärer Visioun an ech soe menge Schüder
ëmmer das dëse Cours net nëmme fir hir Erzéiung wichteg ass mee dass si am Cours eng Visiounfir hir eege
perséinlech Zukunft kréien. “
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 98 -
D’lescht Joer krut den EBBF, den Europäesche Bahâ’i Wirtschaftsforum den héich unerkannten Seal of the
University of Bari fir hir Kontributioun an der Erzéiung vun de Studenten an d’Wäerter déi an hirem Programm
präsentéiert ginn. Elo ass dëse Bahâ’i Wirtschaftsforum ageluede ginn änlech Coursen an den Universitéite vu
Roum, Milan, Bologna, Siena a Pisa ze ginn. Dëse Forum, deen 1990 gegrënnt gouf, huet e Reseau vun 350
Geschäftsleit a 50 Länner. De Forum encouragéiert ethesch Wäerter, perséinlech Dugenden a moralesch Leadership
an der Geschäftswelt an d’Realitéit ëmzesetzen. De Forum schafft zesumme mat der UNESCO an der
intemationaler Aarbechterorganisatioun. Souwäit zu dëser Nouvell aus Italien.
Interessant ass, dass 1983, den héchste Bahâ’i Gremium sech an enger Konferenz zu Innsbmck un d’Jugendlech
geriicht huet, a sot, si solle sech Beruffer uneegnen, déi fir Erzéiung, ländlech Entwécklung, Landwirtschaft,
Wirtschaft, Technologie, Gesondheetswiesen an d’Medie vun Notze sinn; also Bemffer, déi dréngend an de sech
entwéckelnde Länner vun der Welt gebraucht ginn.
136 Korruptioun, Deel 1/2
136t Sendung, 13ten a 14ten Dezember 2002. An eiser leschter Emissioun hu mer vun engem neie Cours iwwer
d’Ethik an d’Wirtschaft an der Universitéit zu Bari geschwat, e Cours dee sech op d’Bahâ’i Prinzipie baséiert. Haut
kucke mer kuerz wat d’Bahâ’i uechter d’Welt man, fir dës Ethik a moralesch Wäerter an ëffentlechen Institutiounen
anzeféieren.
D’Dokument nennt sech: Wéi ee Korruptioun iwwerkomme kann a wéi een Integritéit an ëffentlechen Institutiounen
kréien a behale kann. Geschriwwe gouf et vun der intemationaler Bahâ’i Gemeng a fir d’éischt präsentéiert zu Den
Haag d’lescht Joer, beim Forum global intergouvememental fir d’Korruptioun ze bekämpfen. Ech hu probéiert déi
wesentlech Punkten erauszesichen.
Nodeems d’Mënschheet aus engem Jorhonnert vun Opreegung a risegen Ännerungen kënnt, brauch si elo eng
moralesch a geeschteg Emeierung. Verantwortlech fir dës Noutwendegkeet ass en ëmmer méi groussen Drang no
Materialissem an d’Schwieregkeet de Sënn vun eisem Liewen ze verstoen.
Bahâ’u’llâh, Begrënner vun der Bahâ’i Relioun wamt eis dovun dass d’Relioun ëmmer méi op d’Säit gedréckt gëtt.
Hie seet dass Relioun eng stralend Luucht ass an e kräftegen Halt fir d’Wuel vun der Mënschheet. ... Sollt dës
Luucht vun der Relioun awer zougedeckt ginn, entsteet Chaos an Duercherneen an d’Luuchte vun der Faimess a
Gerechtegkeet, vu Rou a Fridden halen op ze schéngen.
Wat eng Gesellschaft zesummenhält sinn Idealer a gedeelte Glawen. Räichtum baséiert op Fridden, Kooperatioun,
Altruismus, Dignitéit, an engem verstännegem Verhalen genee sou wéi vun den Entdeckungen an dem Fortschrëtt.
Relioun gëtt der Gesellschaft d’Zillen an den Ziment, ethesch Prinzipien an d’Visioun déi Leit a Gemeinschafte
vereenegt an hinnen eng Direktioun gëtt an e Sënn fir déi individuell an d’kollektiv Existenz.
Déi Dugenden wéi Eierlechkeet a Loyalitéit sinn zentral fir de mënschleche Fortschrëtt a gi vun der Sprooch vum
Häerz an der Stëmm vun eisem Gewësse kultivéiert. Obscho Gesetzer a Strofe wesentlech sinn, si si beschränkt an
hirer Effikazitéit.
Sech mat de geeschtege Wuerzele vun der Motivatioun ze beschäftegen, déi matzen an der mënschlecher Identitéit
leien heescht dann och, op dee wesentlechen Impuls ze stoussen, deen eng wierklech gesellschaftlech Ännemng mat
sech brénge kann. Aus der Bahâ’i Perspektiv heescht dat dass ëffentlech Institutiounen déi Vertraue ginn an déi ffäi
si vu Kormptioun amgaang sinn, sech moralesch a geeschtlech weiderzeentwécklen.
Fir Bahâ’i ass d’Zivilisatioun e geeschtege Prozess wou lues a lues déi moralesch a kreativ Fäegkeete vun der
Mënschheet sou ze soen erwächen. D’Schafe vun ëffentleche Milieue fräi vu Korruptioun hängt also dovun of, eng
moralesch Fäegkeet beim Eenzelnen, bei Gemeinschaften a sozialen Institutiounen opzebauen.
Wéi ass et nu méiglech, dës moralesch Fäegkeet opzebauen ? Ginn et praktesch Strategien, déi Gesellschaften
adoptéiere kënnen, déi aus hirer Populatioun sozial Akteure ervirbrénge kënnen, déi sech entscheed hunn, hiert
d’Liewen am Déngscht an an der Integritéit ze liewen? Ouni Erzéiung geet et sécher net.
Wat dann elo de konkrete Beitrag vun der Bahâ’i Communautéit weltwäit ass, gesi mer an eiser Emissioun d’nächst
Woch. Bis dohi wënschen ech Iech nëmmen dat Bescht.
137 Korruptioun, Deel 2/2
137t Sendung, 20ten an 21ten Dezember 2002. An eiser leschter Emissioun hu mer en Dokument präsentéiert, dat
fir d’éischt d’lescht Joer beim Fomm global intergouvernemental fir d’Korruptioun ze bekämpfen, zu den Hag vun
der intemationaler Bahâ’i Communautéit virgestallt gouf. Hätte mer gär en ëffentleche Milieu fräi vu Korruptioun,
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 99 -
da brauche mer Leit, Gemeinschaften a sozial Institutiounen déi et fäerdeg bréngen, eng moralesch Fäegkeet
opzebauen.
Wéi ass et nu méiglech, dës moralesch Fäegkeet opzebauen? Ginn et praktesch Strategien, déi Gesellschaften
adoptéiere kënnen, déi aus hirer Populatioun sozial Akteure ervirbrénge kënnen, déi sech entscheed hunn hiert
d’Liewen am Déngscht an an der Integritéit ze liewen? Ouni Erzéiung geet et sécher net. Wat ass de konkrete
Beitrag vun der Bahâ’i Communautéit weltwäit?
Si huet eng Rei vun Initiativen ergraff, wann och bescheiden, an dat am Beräich vu moralescher Erzéiung an
etheschem Leadership. D’Formulatioun vu pädagogeschen Approchen a Methoden déi systematesch moralesch
Entwécklung fërdern, ass e besonnescht Zil fir d’Bahâ’i. D’Universitéit Nur ass déi zweetgréisst privat Institutioun
am Beräich vun der Erzéiung a Bolivien. Si verbënnt akademescht Wësse mat praktescher Erfahrung an etheschem
Training, speziell am Beräich vum Déngscht an der Communautéit, sozialer Gerechtegkeet an de Respekt fir
mënschlech Verschiddenheet. D’Philosophie vun der Erzéiung baséiert sech op Konzepter a Prinzipien aus de
Bahâ’i Schrëften. An hirem Programm vum moralesche Leadership oder Féierung léieren d’Participanten dass si
eng Obligatioun hunn no moralesche Prinzipien ze sichen, se ze adoptéieren an duemo ze liewen. Leadership ass
eng Verantwortung déi vu jidderengem an der Gesellschaft ausgeübt gëtt an dofir muss ee gewësse moralesch
Fäegkeeten developéieren. Dozou gehéiert, dass een d’Wourecht applizéiert an dat an allem wat ee mécht. Ronn
400 ländlech Communautéiten a Bolivien a méi wéi eng Dose Gemengen a latäinamerikanesche Länner hunn dëse
Programm matgemaach.
En anere Programm mam Titel: E Programm fir eng gerecht Gouvernance, gëtt Staatsbeamten, a Membere vu
Gemeinschaftsorganisatiounen eng Formatioun. D’Nur Universitéit fërdert domat den Dialog fir d’zukünfteg
Entwécklung vun der bolivianescher Gesellschaft. Vill vun de Gemengen hunn an dësem Programm matgemaach.
Donieft gëtt et eng Initiativ wou ëm déi 5000 Studenten an den ëffentleche Sekondärsschoulen eng Formatioun
kréien. De Programm beschäftegt sech domat wéi een déi Jugendlech vun der Kriminalitéit, der Gewalt, dem
Alkohol an dem Drogenkonsum ewechkritt. Dat an der Haaptsaach an deem se virbereet gi fir aktiv an der
Communautéit en Déngscht ze leeschten. D’Universitéit Nur huet och méi wéi 2000 Schoulmeeschteren ausgebilt, a
Bolivien, Argentinien an am Ecuador. Ee vun de Studenten huet geschriwwen: „An dësem Cours hunn ech virun
allem geléiert mäi Liewen no Prinzipien ze féieren. Ech probéieren elo deenen ze hëllefen déi Hëllef brauchen, ouni
Luef ze erwaarden, deenen ze verzeien déi mer wéigedoen hunn an aneren dat matzeginn wat ech geléiert hunn an
esou zu mengem eegene Gléck an deem vun deenen anere bäizedroen. “
De Projet: Gerechtegkeet an der Erzéiung a Brasilien ass eng aner Bahâ’i Beméiung, déi versicht ethesch
Leadership an der Regierung vum Land ze fërdem. De brasilianeschen Erzéiungsministère a Kollaboratioun mat der
Associatioun vun de Richteren aus dem Land hunn d’gréng Luucht gi fir e Programm fir ongeféier 6000 Leit aus
dem Justizwiesen, déi direkt mat de Jugendlechen am Kontakt sinn. Wat alles an Europa gemaach gëtt fir
Korruptioun ze verhënneren, gesi mer d’nächst Woch. Bis dohin, vu mir nëmmen dat Bescht, e schéine Weekend an
eng wonnerbar Woch.
138 Wéi d’Bahä’I Chrëschtdag feieren
138t Sendung, 27ten an 28ten Dezember 2002. Et kënnt een net dalaanscht. Chrëschtdaagsmusek an de Stroossen,
d’Geschäfter si gerëscht, Sonndes sinn d’Butteker op. Geschenker fir grouss a kleng. Et ass eng stëll an heemlech
Zäit heescht et am Lidd. An d’Bahâ’i? Feieren si och Chrëschtdag? Ganz oft ass et fir Familljen eng Geleeënheet,
zesummen an eng Wanterschoul ze goen, sief et hei zu Bollendorf, an Däitschland, an der Schwäiz, an Eisträich
oder och méi wäit. Wanterschoulen, genee sou wéi Summer a Fréijorsschoulen sinn dofir do, fir zesummen ze sinn,
Kollegen erëmzegesinn, seng Batterien erëm opzelueden. Gewéinlech ginn et moies Virtreeg a mëttes Atelieren,
Fräizäitaktivitéiten an owes gemittlecht Zesummesinn. D’Kanner an déi Jugendlech präsentéieren dat wat se den
Dag iwwer gemaach hunn, mat Musek a gudder Stëmmung. Fir iech e Beispill ze ginn, maacht einfach am Internet
eng Recherche ennërt: Bahâ’i Winterschule Österreich. Do fannt der de Programm vun dësem Wanter.
Normalerweis eng kleng Woch, an dësem Fall an engem Hotel. Aus Lëtzebuerg dabei de Graham Walker. Hie
schwätzt iwwer d’Wëssenschaftsethik. En anert Thema vum Gudrun Winkler befaasst sech mat de Wäerter a wéi si
Kanner a Jugendlecher an hirer Entwécklung hëllefen. Aus Paräis hu mer d’Christine Hakim-Samandari mam
Thema: d’Bild vun der Bahâ’i Gemeng. Wéi gesot méi genee Detailer um Intemet ënnert Bahâ’i Wanterschoul an
Eisträich. Natierlech sinn dës Schoulen op fir jiddereen. Ech kann et nëmme recommandéieren. Well et ass bei sou
Geleeënheeten, wou een d’Atmosphäre sou richteg matkritt.
Fir awer kuerz op Chëschtdag zréckzekommen. Indirekt oder op eng méi passiv Aart a Weis bedeelegen d’Bahâ’i
sech un de Feierlechkeeten. Zu Lëtzebuerg si vill Bahâ’i éischt, zweet oder heiansdo drëtt Generatioun Bahâ’i, sou
dass een awer alt nach eemol fir Chrëschtdag fir ze iessen agelueden ass oder am Fall wou an der Koppel nëmmen
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 100 -
ee Bahâ’l ass. Et muss ee jo och wëssen, dass een net Bahâ’i ka sinn, wann een net u Christus gleeft. Et gehéiert
einfach zum Glawen.
Am Bahâ’i Glawe schwätze mer vun enger Gottesoffenbarung déi net ophält. Also Gott offenbaart sech dem
Mënsch a Form vu Propheten, Gottesoffenbarer vun Zäit zu Zäit, fir him seng Léieren unzebidden. Zu dëse
Gottesoffenbarer gehéiert och Jesus Christus. An de Bahâ’i Schrëfte fanne mer vill iwwer Christus. Eng wonnerbar
Quell iwweregens fir an de Bahâ’i Texter ze sichen, an dat an e puer Sproochen ass den Internetsite: ocean bahai.
Dir kënnt de Programm eroflueden an dann eng Recherche man mam Wuert: Christus zum Beispill 'Abdu'l-Bahâ
schreift iwwer Jesus Christus am Buch: Beäntwert Froen a seet: Nom Moses „ a.s.s Christus komm an huet gesot:
Ech si vum hellege Geescht gebuer. Wann dat och hautfir Chrëschte liicht ze gleewen ass, sou war et awer
deemools ganz schwéier a mir héieren aus dem neien Testament: Ass dat net de Jong vum Joseph vun Nazareth, dee
mir kennen. Wéi kann en da soen: Ech si vum Himmel komm? Obwuel hien, vu bausse gesinn an an den Ae vu
jidderengem, net vill obweises hat, huet hien sech mat sou enger Muecht erhuewen, dass e reliéis Gesetzer, déi
fofzéng Jorhonnerte bestan haten, ofgeschaaft huet. “
An de Bahâ’i Schrëfte kreie mer eng nei Aart a Weis ugebueden fir d’Liewen an d’Wierk Christus kennenzeléieren.
Chrëscht sinn heescht an allem Him ze gläichen an erfëllt si vum Geescht vu senger Léift. Léift, Verstännegung a
Fridden si fir 'Abdu'l-Bahâ de Kär vun alle Reliounen. Jesus Christus, d’Wuert Gottes verkierpert dës reliéis Essenz.
Chrëscht sinn heescht fir 'Abdu'l-Bahâ gerad doranner an der Nofolleg vu Christus ze liewen.
Dat wier et fir haut, ech wënschen iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch.
139 Gutt Virsätz fir d’neit Joer
Sendung 139, 3ten a 4te Januar 2003. Wéi déi Zäit awer erëmgeet. En neit Joer huet ugefaang, bei eis op jidde Fall.
Et ass dat symbolesch sécher méi wichteg. Uleies genuch nei Virsätz ze man, nees e bësse Schwong a säi Liewen ze
kreien. Et ass erfreelech ze gesinn dass vill Medie ronderëm eis net nëmme mat Chrëschtlidder iwwerschëdden, mee
dass mer an eiser gudder warmer, gemittlecher Stiffchen d’Realitéit vun Aarmut, Nout a Krich a villen Deeler vun
der Welt virun d’Nues gehale kréien. Wat een domat ufänkt hängt ëmmer vun eiser eegener Situatioun dee Moment
of. Wéi geet et eis selwer, wou si mir drun, kënne mir iwwerhaapt e Vergläich zéien, mat eise Suergen an deenen
hire Suergen. Mir kënnen eise Pefferkäerche bäileeën. An deem mer aktiv sinn oder et ginn. D’Gréisst an
d’Ausmooss vun eiser Bestriewung ass do Niewesaach. De Wee dee mir maachen ass ausschlaggebend. An de
Bahâ’i Schrëfte liese mer: „Lee all Dag Recheschaft virun dir selwer of éiers du zur Recheschaft gezu gëss. Wëll
den Doud mellt sech net un an da muss de dech kënne veräntwere fir dat wat s de gemaach hues, “. 1
Ech huelen dat positiv op a soe mer. Jean-Marie, wat hues de haut gemaach, wat dawäert ass, driwwer ze
schwätzen. An der haiteger Pädagogie neméi wegzedenken. Ech stäipe mech op meng gutt Qualitéiten, op déi
Saachen, déi ech gutt gemaach hunn a versichen dat vläicht den nächsten Dag e bësselche besser ze man. Wichteg
sinn dës kleng Schritt no vir, wann ech sou soen duerf. A wann ech vu Virsätz schwätzen ass dat natierlech gutt,
wann ech och déi positiv beschreiwe kann. Ech ka soen: ech wäert an nächster Zäit versiche méi gesond ze liewen,
amplaz ze soen, ech wäert net méi fëmmen, net méi schlecht a seier Iessen einfach erofschlécken. Wéi wichteg
dobäi d’Ermuddegung ronderëm eis ass, brauch ech Iech jo net ze soen. Abbe ech hu mer fir unzefänke virgehol,
meng Virsätz opzeschreiwen, an zwar a klengen Tranche vun dräi Méint. Meng éischt Rei vu Virsätz gi bis den 21te
März, d’Bahâ’i Neit Joer. An da gëtt et eng Kolonn mat Virsätz a Pläng fir meng Fra an ech, déi mir zesummen
ausschaffen.
Wiem notze gutt Virsätz, Resolutiounen a Pläng da schlussendlech? „Betruecht de Mënsch wéi e Biergwierk, räich
un Eedelsteng vun onschätzbarem Wäert. Nëmmen d Erzéiung ka bewierken, dass all dës Eedelsteng an him zum
Virschäi kommen an dass d’Mënschheet dorauser Notzen zéie kann. “
Mat deem Gedanken ass et liicht fir eng Astellung zum Liewen ze hunn wou ech an all Liewenssituatioun
probéieren dat Bescht draus ze man, fir mech a fir déi ronderëm mech. Op ech Professor oder Aarbechter, Dokter
oder Botzfra, am Chomâge oder am Prisong sinn, d’Fro ass ëmmer déi selwecht: Wéi kann ech mir an deenen
ronderëm mech hëllefen, hinnen e klengen Déngscht erweisen, u si denken. A wéi weisen ech anere meng Léift.
An deem Sënn heescht Bahâ’i sinn, ugezu si vun der Visioun vun engem Liewen, wou den Déngscht un der
Mënschheet un éischter Plaz ass. Bahâ’u’llâh schreift: „Loosst all Moie besser si wéi den Owend virdrunn an all
neien Dag méi räich wéi de viregen. De Wäert vum Mënsch läit am Déngscht an an der Dugend, net am Prunk vum
gudde Liewen an am Räichtum. “ Fir iech e schéine Weekend an eng wonnerbar Woch, an dat nach e bësse besser
wéi déi lescht!
1 Bahâ ’u ’llâh, Déi Verbuerge Wierder
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 101 -
140 Buchvirstellung: Gëllen Äppel, Spigelbiller vum Liewen
Sendung 140, lOten an 1 lte Januar 2003. Wëllkomm bei eiser 140ter Rubrik um Radio ARA. D’Emissioun vun de
lëtzebuerger Bahâ’i. Haut mat enger Buchvirstellung aus dem Horizonte Verlag : Gëllen Âppel, Spigelbiller vum
Liewen, zesummegestallt vum Kambiz Poostchi.
Liicht am Häerz: „Léift ass eng Luucht, dat ni an engem ängschtlechem Häerz wunnt” Am Buch wat ech iech haut
virstellen, fannt der eng Sammlung vu léierräichen an humorvolle Geschichten, Wäisheeten an Aphorismen aus
aller Welt déi dir am Alldag, am Beruff an a Formatioune gebrauche kënnt.
Zoufall: E Mann hat sech an der Wüst verlaaf. Spéider wéi e senge Kollege beschriwwen huet, wat en alles
duerchgemaach hat a verzweiwelt op de Knéie souz fir den Herrgott ëm Hëllef ze froen, hu seng Kollege gefrot: An,
huet den Herrgott dir g’äntwert? A wouhir, sot en, éier Hien dat maache konnt, koum zoufälleg en Archäolog
laanscht, deen amgaang war an der Géigend ze fuerschen an huet mer de Wee gewisen.
D’Buch ass voll mat sou klenge Geschichtelcher iwwer d’Liewen, klenge Gedichten a witzeg Anekdoten.
D’Paradis: Wanns de der e Palast am Paradis wënschs, da kuck dass däin Doheem eng Plaz gëtt, wou d’Frënn sech
begéine kënnen.
De Kambiz Poostchi, deen dës Texter gesammelt huet ass Architekt a Liewens a Sozialberoder mam Schwéierpunkt
Firmen an Organisatiounsentwécklung an Teamtraining. Hien ënnerriicht systemesch Kommunikatioun,
Meditatioun a Coaching. Hie selwer gesäit sech als Weltbierger, dee mat Dankbarkeet am Häerz a mat demütegem
Staunen duerch de Gaart vun der Mënschheet sträift, een dee léiert a sech un der Schéinheet vun der faarweger
Villfalt erfreet an e gewësse Sënn flegt fir d’Eenheet vun der ganzer Mënschheetsfamill an hirer Mannegfaltegkeet.
Aus Feeler léieren: E Mann hat sech un den Ouere verbrannt. Am Park freet säi Kolleg en wéi dat geschitt ass:
Majo, meng Fra hat d’Streckeisen nach net ausgemaach a wéi den Telefon geschellt huet, hunn ech d’Streckeise
geholl. Ja firwat hues de dann déi zwee Ouere verbrannt? Majo, den Iesel huet nach eng Kéier ugeruff!
D’Buch huet siwen Deeler: Am éischten Deel fanne mer Texter iwwer d’Jugend an den Alter, sou zum Beispill e
klengen Text wou den Albert Einstein dem Otto Juliusberger schreift: Mënsche wéi mir zwee stierwen zwar och,
awer mir ginn net al, soulaang mer liewen. Ech mengen domat, dass mer nach ëmmer virwëtzeg do stinn, wéi
Kanner virun engem Rätsel, an dat een eis matzen dra gestallt huet.
Am zweeten Deel geet et iwwer Asiicht a Wäitsiicht, Dreem an Ziler. Kanner déi verhéngeren: E Mann huet d’Nout
an d’Aarmut vun de Kanner op der Welt erlieft, hir Krankheeten déi se quälen an en ass déif bedréckt. E mécht dem
Herrgott sëllech Virwërf a freet en: ,, Firwal léisst du et zou, dass all dës Kanner verhéngeren? “ Gott äntwert him a
seet: „Firwat mengs de, dass ech dech erschafhunn? “
Am drëtten Deel geet et iwwer Laachen, Gléck a Freed: D ’Urteel vum Fachmann. E Mann louch schwéierkrank am
Bett, sou gutt wéi dout. En huet sech neméi bewegt. D ’Fra rifft den Dokter an der Verzweiflung. Den Dokter
ënnersicht de Mann ganz genee, hëlt de Bluttdrock, mécht seng Aen op, kuckt him an de Mond a seet der Fra mat
schwéierem Häerz: Léif Madamm, ech muss iech leider soen, dass äre Mann dout ass. Am deem Moment hieft dee
Schwéierkranke erschreckt säi Kapp an d'Luucht a jéimert: Nee, meng Déifchen, ech liewen nach. Dorops hi schléit
seng Fra e mat der Fauscht op de Kapp a jäizt: Hal de Mond, den Dokter ass de Spezialist an hie muss et jo
wëssen!
Mir wäerte sécher an eisen nächsten Emissiounen weider Geschichten aus dësem flotte Buch eraushuelen. Wéi
gesot d’Buch heescht: Goldene Âpfel, Spiegelbilder des Lebens, am Horizonte Verlag.
141 Buchvirstellung: Hal mech fest a looss mech lass, Fari Khabirpour
Sendung 141, 17ten an 18te Januar 2003. Wëllkomm bei eiser 141ter Rubrik um Radio ARA. D’Emissioun vun de
lëtzebuerger Bahâ’i. Haut mat enger Buchvirstellung aus dem Horizonte Verlag: Hal mechfest a looss mech lass;
D ’Herausfuerderunge vun eise Kanner besser verstoen a beäntweren, vun engem lëtzebuergeschen Auteur, dem
Fari Khabirpour. Um Mi kr o de Jean-Marie Nau
D’Madame S. ass moies amgaangfir sech a seng Duechter Anna d’Mëttegiesse virzebereeden. Spaghetti Bolognese,
wat d’Anna am léifsten ësst. D ’Anna spillt grad mat senge Frënn am Haff. Wéi d’Iesse fäerdeg ass rifft seng
Mamm: „Anna, d’Iessen ass fäerdeg. Komm iessen “. Näischt geschitt. D ’Mamm rifft nach eng Kéier. Alt nees keng
Reaktioun. D ’Mamm gëtt sou lues ongedëlleg. Si huet sech souvill Méi ginn, senger Duechter eppes ze kachen an
hir schéngt dat ganz egal ze sinn. Si rifft nach eng Kéier, dës Kéier méi haart an denkt sech: Ass dat do nach dran.
Ëmmer méi haart jäitzt si nom Kand. Eng Nopesch, déi dat ganzt matkritt huet, geet bei d’Anna a freet etfirwat et
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 102 -
dann net op seng Mamm lauschtert a reagéiert. D ’Meedchen äntwert a seet: „ Si rifft souwisou e puermol, da kann
ech roueg nach e bësse spillen
Sou fä nk t dat drëtt Kapitel un, mam Thema: Kanner déi net héiere wëllen. Mat enger konkreter Situatioun. Hei
weist sech, wéi perfekt agespillt eis Spiller sinn. Wat sech am Kand a bei der Mamm alles ofspille kann gëtt op
einfach Aart a Weis erzielt.
D’Buch fänkt mat engem Zitat vum Khalil Gibran iwwer d’Kanner un: „Âr Kanner sinn net är Kanner. ... Si
kommen duerch iech awer net vun iech, an obscho si bei iech sinn, gehéieren si iech net. Dir kënnt hinnen är Léift
schenken, awer net är Gedanken, well si hunn hir eege Gedanken. “
Duerch d’ganzt Buch huet een d’Gefill mat Léift a Gebuergenheet begleet ze ginn. D’Kand ass e Geschëpf wat aus
Léift entstanen ass. Net nëmmen d’Léift tëschent zwee Mënschen, mee och déi schëpferesch Kraaft, déi d’Existenz
an de Wuestum méiglech man.
Ech hunn Angscht, mäi Kand huet Angscht. Wer nicht hören will muss fühlen? Midd Eltere vu montere Kanner.
Iessen a Schlofen an der Kandheet. Kleng Ligner, kleng Déif. Agressioun a Gewalt. Ëmmer dës Schoul. Zerstridden
a getrennten Elterenhaiser. Mir kënne matenee schwätzen. Dat sinn d’Theme vum Buch.
,J) 'Lisa soll zu Mëtteg iessen. Si wëllt awerfir d’Baschten net d’Geméis iesse wat um Dësch steet. D ’Mamm
probéiert alles, mat Argumenter, Spiller, Drohungen a Verspriechen. Näischt hëlleft. D ’Lisa wëll einfach net.
D ’Mamm ass verzweiwelt a seet sech: Dat aarme Kand gëtt nach krank. Also freet sie d 'Lisa wat et da gär iesse
wëllt. D 'Lisa hätt gär Spaghetti ouni d ’Zooss. D ’Mamm tommelt sech fir him dat ze kache wat et gär hätt. Si ka jo
net nokucke wéi hiert eege Kand verhéngert. “
D’Iessen, genee sou wéi d’Schlofen, op d’Toilette goen a Léieren, hunn eppes gemeinsam: Kee Mënsch kann en
anere Mënsch dozou zwéngen ze schlofen, op d’Toilette ze goen oder ze léieren. Gerad dowéinst sinn et genee déi
Themen, mat deenen d’Kanner am meeschte Muecht op hir Elteren ausübe kënnen.
Den Auteur, Fari Khabirpour huet seng Kandheet a Jugend zu Lëtzebuerg verbruecht. Nom Studium vun der
Psychologie an der Pädagogik zu Zürich a sengem Doktorat huet eng therapeutesch Ausbildung um Alfred Adler
Institut gemaach. Hien ass Matbegrënner, war laang Präsident a Léieranalytiker vun der lëtzebuergescher
Gesellschaft fir Individualpsychologie vum Alfred Adler. Haut ass hien am Direktiounsrot am Beräich vun der
lëtzebuergescher Schoulpsychologie am Erzéiungsministère. Hien ass bestuet an huet dräi Kanner.
Fir eis Nolauschterer verschenke mir ee Buch, an dofir braucht dir eis just elo unzeruffen, an dat um Telefon
334210. Den éischten ass fir! Ech wënschen Iech e schéine Weekend an eng wonnerbar Woch.
142 Buchvirstellung: An du sinn ech Bahâ’I ginn
Sendung 142, 24ten an 25te Januar 2003. Wëllkomm bei eiser 141ter Rubrik um Radio ARA. D’Emissioun vun de
lëtzebuerger Bahâ’i. Haut mat enger Buchvirstellung aus dem Bahâ’i Verlag : An du sinn ech Bahâ’i ginn. Um
Mikro de Jean-Marie Nau
Haut hunn ech fir iech en neit Buch matbruecht mat véierzeg Geschichte vu Mënschen déi zum Bahâ’i Glawe fonnt
hunnt: eng Mamm, déi sech beschwéiert huet, well hire Jong eng Retenue krut; en däitschen Ingenieur zu Bomeo,
deen d’Sprooch vum Land léiere wollt; en Amateurfunker, deen an Israel säi Frënd besiche war; eng Studentin, déi
e komeschen Dram hat; en Aarbechter, deen an Owescoursë gaang ass.
„A wéi bass du Bahâ Y ginn? “ ass eng Fro déi een oft héiert, op Konferenzen oder Summerschoulen an do wou een
nei Bekanntschafte mécht. D’Fro ass ganz einfach interessant, well jiddereen seng eege Geschicht huet, oft komesch
an ongewinnt. Dat ass natierlech och doduerch well vill Leit, virun allem bei eis, net vu Gebuert u Bahâ’i sinn. Do
ginn et déi, déi am Ufank immens skeptesch a kritesch reagéiert hunn, an zu deene gehéieren ech iwweregens; déi
de Glawen direkt an hirem Häerz fonnt hunn an déi, déi iwwer de Wee vum Intellekt de Bahâ’I Glawe fonnt hunn.
Hei dem Christel säi Wee: „ Viru méi wéi 20 Joer hunn ech eng Studierees an d’Türkei gemaach. Mäi Liewe sollt
sech domat veränneren. Dës Rees huet mer de Schlëssel zur Bahâ ’i Relioun ginn. Wat war geschitt? Zu Istambul,
huet eise Bus missen op enger ganz lieweger Stroossekräizung waarden. Wéi all déi aner am Bus hunn ech mech
ochfir dat interesséiert wat op der Strooss alles vir sech geet. Am Gewulls vun de Leit gesinn ech opeemol e Jong
vun ëm déi zwielef Joer, um Kapp e Plateau voll mat Brout, wou ee gemengt huet e kéint all Moment eroffalen. Éier
déi aner oder ech iwwerhaapt dru geduecht hätt, war schonn ee vun de Passagéier aus dem Bus gesprongfir dem
Jong ze hëllefen, sécher mat sengem Plateau iwwer d’Strooss ze kommen. A mäin éischte Gedanke war: Wann dach
all Chrëscht -ech matabezunn- sech sou beispillhaft behuele kéint. Wärend der Rees hunn ech deem Här a senger
Fra dat och gesot. Hie sot dass mënschlech Hëllef dach nëmme selbstverständlech wier. Mir aner hunn eis
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 103 -
irgendwéi geschummt an hunn eis gefrot, firwat mer dann an der Situatioun net esou reagéiert hunn, obscho mer et
jo eigentlech maache wollten.
Epuer Deeg duerno hu mer erausfonnt, dass dës Koppel Bahâ Y sinn. Ech hat nach ni eppes vun dëser Relioun
héieren. Et huet mech interesséiert. Ech hat deermoosse vill Froen, dass et wärend der Rees net genuch Zäit gouf,
se all ze beäntwerten. Ech muss hei soen, dass ech aus engem gudde kathouleschem Elterenhaus kommen an dass
meng Eltre Wäert drop geluecht hunn, eis net nëmmen zum Glawen mee och zur Toleranz ze erzéien. Ausserdeem
war et hinnen och wichteg, dass mer Saachen hannerfrot hunnen, och reliéis Gedanken. All dës Qualitéiten hu sech
elo bewäert. Intensiv Gespréicher an d’Studium vun de Bahâ Y Schrëften hu mech méi a méi erkenne gelooss, dass
ech d’Relioun fir mäin Zäitalterfonnt hat. Erstaunlech dobäi warfir mech d’Erkenntnis dass meng kathoidesch
Eltren mat hiren Astellungen am Fong Bahâ ’i waren, ouni jeemools dervun gehéiert ze hunn. Mir ass wierklech e
Liicht opgaangen. Ech si Bahâ Y ginn, An de Schlëssel dozou war dat beispilhaft Verhale vun engem Bahâ Y. "
Souwäit eng vun deene ville Geschichten aus dem Buch: An du sinn ech Bahâ ’i ginn, op däitsch, am Bahâ’i Verlag.
Fir Iech nëmmen dat Bescht, e schéine Weekend an eng wonnerbar Woch.
143 Buchvirstellung: Fraepolitik, Farah Dustdar
Sendung 143, 31ste Januar an lte Februar 2003. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahâ’i. Haut mat enger
Buchvirstellung aus dem Bahâ’i Verlag: Fraepolitik, d’Erausfuerderung vun enger Friddenskultur. Um Mikro de
Jean-Marie Nau
D’Farah Dustdar lieft haut zu Lëtzebuerg. 1999 huet si hiert d’Studium vun der Politikwëssenschaft, Soziologie a
Sozialpsychologie mam Doktertitel ofgeschloss. Zënterdeem huet si schonn e puer Bicher erausginn, dorënner Abschied
von der Macht an Demoki'atie a Verantwortung, an dat am Fischer Verlag.
An hirem neitste Buch seet si dass Fraepolitik déi traditionell Muechtpolitik a Fro muss stellen. Amplaz sech domat
ze beschäftege Muecht ze kréien an déi Muecht ze behalen, orientéiert d’Fraepolitik vum Farah Dustdar sech un den
ënnerdréckte Bedierfnesser vun de Fraen, an dat zënter Jordausenden. Mir schwätze vum Besuergnes fir déi
Schwaach, Matgefill, Ausgläich, Kooperatioun a Konsens. Fraepolitik riicht sech op eng Kultur vum Fridden.
Fraepolitik ass déi radikal Afrostellung vun der traditioneller Muechtpolitik. No der Bahâ’i Opfaassung ass
d’Gestaltung vun enger friddlecher Kultur eng Aufgab, déi besonnesch de Fraen zoukënnt.
„Soubal d’Fraen ëmfaassend a gläichberechtegt d’Verhältnesser vun der Welt matgestalten, soubal se
zouversiichtlech a fäeg déi grouss Arena vum Recht an der Politik betrieden, wäert de Krich ophalen. “ zitéiert
d’Farah Dustdar aus de Bahâ’i Schrëften. Zënter Jordausende gëllt d’Fra net nëmme bei de grousse reliéisen
Institutiounen, mee och op der Basis vun der griichescher Philosophie als geeschteg beschränkt an dem Mann
ënnerleeën. Dëst goung sou wäit, dass munch aflossräich fanatesch Denker d’Frae schlechthin als d’Ursaach vun all
Misär vum Mann erkläert hunn, an och nach gerechtfäerdegt duerch de biblesche Mythos vum Sënnefall. Zu dem
Thema sollt der iech iwweregens séier am Utopia de Film: The Magdelaine Sisters ukucken.
E Kapitel am Buch befaasst sech mat engem neie Konzept vun der Famill. Well et ass déi Plaz wou d’Astellungen
an d’Gewunnechte vun enger Persoun geléiert an entwéckelt ginn.
D’Wirtschaft an d’Economie brauch eng nei Aarbechtsethik. Nohalteg Entwécklung an d’Iwwerwannung vun der
Aarmut wäerten dovun ofhänken, op d’Fraen Zougank zu all de Beräicher vum wirtschaftleche Striewe kréien. De
Begrëff Aarbecht stoung ursprénglech fir déi schëpferesch an oft genuch qualvoll Ustrengung vum Mënsch, säin
Iwwerliewen ze sécheren. A ville Kulture gouf d’Aarbecht mat enger Plo gläichgesat. An dorunner ware Männer a
Fraen zesumme bedeelegt. ... D’Aarbecht vun de Fraen an der Famill kann net an der wirtschaftlecher
Gesamtrechnung bewäert ginn, well si keen direkte materielle Gewënn bréngt. ... Netkommerziell Aarbecht brauch
also vill méi Beuechtung.
D’Farah Dustdar geet op d’Fro an op de Mënsch en aggressiivt Liewewiesen ass mat engem onerschëpfleschem
Kampfbedierfnes . Krich ass kee Mëttel vun der Politik. Firwat hunn d’Fraen an der Mënschheetsgeschicht ni eng
groussugeluechten Aktioun géint de Krich geplangt an effektiv duerchgefouert?
D’Fraen hunn eng global Verantwortung. „Nëmmen deen ass wierklech e Mënsch, dee sech haut um Déngscht vun
der ganzer Mënschheet higëtt. “
Déi gréisste Fro, op déi mer haut eng Léisung brauchen ass déi wéi eis haiteg Welt mat hiren déifsëtzend
Konfliktstrukturen an eng Welt verwandelt ka ginn, wou Eenheet an Zesummenaarbecht virrangeg sinn. „Beméit
iech, dass d’Ideal vum Weltfridden duerch Ustrengunge vun de Frae verwierklecht ginn, well de Mann huet méi eng
grouss Tendenz zum Krich wéi d ’Fra; e wierkleche Beweis fir d ’lwwerleeënheet vun der Fra wäert hire wierksamen
Asaz bei der Eriichtung vum Weltfridde sinn. “
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 104 -
E Buch mat villen neien Ustéiss an zudeem mat konkreten Aktiounen. Fraepolitik, en neit Buch vum Farah Dustdar.
Wéi ëmmer verschenke mir eisen ARA Nolauschterer e Buch. Dir braucht mer just unzeruffen, an dat elo, an zwar
um 334210. E schéine Weekend a bis d’nächst Woch.
144 Buchvirstellung: D’Mënschheet ënnerwee zur Eenheet, André Brugiroux
Sendung 144, 7ten an 8te Februar 2003. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahâ’i. Haut mat enger Buchvirstellung
aus dem Horizonte Verlag : Mir Weltbierger. D’Mënschheet ënnerwee zur Eenheet. Um Mikro de Jean-Marie Nau.
Den André Brugiroux ass wéi ee seet e Weltebummler, e Globetrotter. An dësem Buch beschreift hien seng Rees a
wéi hien zu enger neier Siicht vun der Welt komm ass. Mat 18 Joer huet hie sech entschloss d’Welt
kennenzeléieren. An 18 Joer huet hien 135 Länner besicht. A sengem Buch schwätzt hie vu sengen Erfahrunge mat
de Leit, de Kulturen, de Reliounen, d’Aart a Weis fir ze liewen an vun de Liewensbedingungen, déi aus him en neie
Mënsch gemaach hunn.
Hien huet d’Virurteeler an d’Virdeeler vun de Mënschen an alle Weltrelioune studéiert a gouf sou zum Weltbierger.
En huet vun no erlieft dass d’Problemer vun der Mënschheet haut ganz enk matenee verbonne sinn, dass mir
dréngend e bewosst Denken a Fillen an enger globaler Verantwortung brauchen. An hien huet eng nei global an
zäitgeméiss reliéis Identitéit entdeckt, d’Bahâ’i Relioun. Eng Relioun déi wäit iwwer alles wat et bis elo gëtt, e
Geescht an e Konzept fir eng Eenheet vun der Mënschheet an der Villfalt ubitt.
Den André Brougiroux ass Fransous an d’Buch an dëser däitscher Iwwersetzung gëtt et am Horizonte Verlag. Fir
hien ass d’Eenheet de Schlëssel zum Fridden. De Pythagoras sot schonn: D’Evolutioun ass d’Gesetz vum Liewen.
D’Eenheet ass d’Gesetz vum Herrgott. An dësem Kapitel erzielt hu vu senge Bekanntschaften an engem klenge
Café zu Moskau, am Musée vun Hiroshima, zu Hong Kong wou hie probéiert huet e Visa fir China ze kréien.
Op eng witzeg an erfrëschent Manéier fënnt een am Buch eng Onmass vu klenge Geschichten, Wäisheeten déi hien
a senge Reesen entdeckt huet. Hie schreift: „De Mënsch ka sech ouni Ursaach net weiderentwéckelen. Hie brauch
eng Iddi déi mat sengem Verstand a mat der Zäit klappt. Eng Kraaft vun der Freed, net Prinzipien déi nëmmen
aschränken. Ech hunn d’Fräiheet gesicht. E Wee fir mech ze befreien. E Philosoph konnt mech net zefriddestellen,
well hie sech nëmmen un de Verstand riicht. Säi Liewen ass kaum eng Inspiratioun. A meng eegen Inspiratioun ass
net duergaang. Ech hunn alles missen opginn, Jorelaang mam Rucksack wanderen, um Buedem vu fënnef
Kontinenter schlofen, bis ech mäin Zil erreecht hat. Am Ufank war et onbewosst. Ech sinn zur Konklusioun komm,
dass d’Reliounen hirem Wiesen no eent sinn, dass et deeselwechten Herrgott ass deen sie inspiriéiert. Firwat ginn
et dann souvill Reliounen? Wat hält se zesummen? “
A Kanada huet hien an der Zäitschrëft vum Toronto Daily Star en Artikel vun der Kinnigin Maria vu Rumänie
gelies: „Et ass eng wonnerbar Noriicht déi Bahâ ’u ’llâh an Abdu'l-Bahâ eis ginn hunn. ... Si wossten dass de Kär
vun der éiweger Wourecht, Wuerzele schloe wäert a sech ausdehne muss. Si huet nëmmen eng eenzeg Wourecht:
D’Léift, d’Quell vun aller Energie, géigesäiteg Toleranz, de Wonsch no Verständnes, géigesäitegt Kenneléieren,
een deem aneren hëllefen, verzeien. Et ass déi erneiert Botschaft vu Christus, bal an de gläiche Wierder, awer
ugepasst un eis haiteg Zäit. ... Wann der jeemools de Numm Bahâ ’u ’llâh oder Abdu'I-Bahâ héiert, da kuckt iech hir
Schrëften un. Fuerscht an hire Bicher, loosst déi friddensbréngend Wierder a Léieren an äert Häerz andréngen, wéi
si a mäin Häerz agedronge sinn. ..."
D’Mënschheet, ënnerwee zur Eenheet ass eng Freed ze liesen, wéi gesot am Horizonte Verlag. An och haut
verschenke mir eisen ARA Nolauschterer e Buch. Dir braucht mer just unzeruffen, an dat elo, an zwar um 091
334210. E schéine Weekend a bis d’nächst Woch.
145 Buchvirstellung: E Jorhonnert vu Liicht, A Century of Light
Sendung 145, 14ten a 15te Februar 2003. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahâ’i. Haut mat enger
Buchvirstellung: E Jorhonnert vu Liicht. Um Mi kr o de Jean-Marie Nau.
Wou geet dat hi mat eiser Welt? Krich oder net Krich? Kënne mir eis jee eens ginn? Wa mer wëllen eppes
veränneren ass et gutt ze wësse wou mer hierkommen. Dat Buch wat ech iech haut virstellen ënnersicht dat lescht
Jorhonnert a mécht eng Rei Vergläicher.
Stellt iech vir dir stéingt op engem Bierg an dir kéint iech déi leschten honnert Joer vun uewenerof ukucken.
D’Verännerungen déi eis Welt an där Zäit gemaach huet, si bei wäitem méi déif wéi iergendeng an der ganzer
Geschicht virdrun. Et sinn dat Changementer déi zum gréissten Deel wéineg vun eiser haiteger Generatioun
verstane goufen.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 105 -
An deene selwechten 100 Joer huet een de Bahâ’i Glawe gesinn aus der Däischtert erauskommen. E Glawen deen et
fäerdeg bruecht huet, global déi vereenegend Kraaft ze weisen, mat där hire gëttlechen Ursprung se befäegt huet.
Wéi d’Jorhonnert op en Enn goung, gouf et ëmmer méi kloer, wéi dës zwou historesch Entwécklunge sech
zesummefonnt hunn.
D’Buch Century ofLight, ënnersicht déi zwee Prozesser an d’Relatioun tëschent hinnen, an dat am Kontext vun de
Bahâ’i Léieren. D’Buch ass eng geeschteg Beräicherung an eng praktesch Hëllef wann een déi erausfuerdernd
Implikatioune vun der Offenbarung, déi Bahâ’u’llâh bruecht huet, mat aneren deele wëllt.
Am Buch gi Leit wéi d’Anne Frank, de Martin Luther King Jr., de Paolo Freire, de Ravi Shankar, d’Gabriel Garcia
Marques, d’Kiri Te Kanawa, den Andrei Sakharov, d’Mutter Teresa an den Zhang Yimou emimmt, déi flr vill Leit
eng Quell vun Inspiratioun an Encouragement sinn.
Eist 20t Jorhonnert ass vu moraleschem a soziale Chaos geprägt. Déi meeschte Leit op der Welt wëllen
d’Erënnemnge vun dëse Leiden, déi dës Jorzéngte mat sech bmecht hunn, hannert sech loossen. Egal wéi schwaach
d’Fondatioune vu Vertrauen an d’Zukunft och sinn, egal wéi grouss d’Gefore sinn, déi vimn eis schwiewen,
d’Mënschheet schéngt verzweiwelt un eppes ze gleewen: dass duerch iergendwellech glécklech Ëmstänn et awer
nach wäert méiglech sinn, d’Konditioune vum mënschleche Liewen esou ze diebelen, dass si konform sinn, mam
därzäitege mënschlechem Verlaangen. Mir hoffen also, das d’Welt sech no eis riichte wäert an net dass mir eis no
de Besoine vun der Welt riichte mussen.
Sou Hoffnunge sinn am Liicht vun de Bahâ’i Léieren net nëmmen illusoresch, mee si gi ganz laanscht d’Natur an
d’Bedeitung vun deem groussen Ëmdenken, dat eis Welt an de leschten 100 Joer gemaach huet.
Nëmme wa mir d’Implikatioune verstinn vun deem wat an dëser Period vun eiser Geschicht geschitt ass, wäert et
méiglech sinn, den Erausfuerdemngen déi vimn eis leien, ze begéinen. Wat eis dësen Abléck erméiglecht ass
d’Liicht vun der Sonn vun der Offenbarung vu Bahâ’u’llâh déi elo opgeet an den Afloss deen dës Offenbamng
amgaang ass op d’Affairë vun der Mënschheet ze hunn.
Century of Light, eng Publikatioun vum héchste Bahâ’i Gremium, ze recommandéiere fir jiddereen dee sech mat
der Geschicht vum 20te Jorhonnert ausemanersetzt. D’Buch ass am Original op Englesch a gëtt am Moment op
Däitsch a Franséisch iwwersat. Fir eis Nolauschterer hunn ech eng Kopie matbmecht. Wat dir musst man ass mir
elo uruffen, an zwar um 091 334210. E schéine Weekend a bis d’nächst Woch.
146 Buchvirstellung: Le livre des sagesses
Sendung 146, 21ten an 22te Febmar 2003. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahâ’i. Haut mat enger
Buchvirstellung aus dem Bayard Verlag: Le livre des sagesses, L ’aventure spirituelle de l’humanité. Um Mikro de
Jean-Marie Nau.
A bal 2000 Säiten fënnt ee sécher e puer Wäisheeten, déi een uspriechen a mat deenen een eppes ufänke kann. Am
Virwuert schreiwen d’Auteure vum Buch, de Fréderic Lenoir, Philosoph a Soziolog an d’Ysé Tardan-Masquelier,
déi d’Geschicht vun de Reliounen zu Paräis op der Sorbonn ënnerricht, dass d’Geschicht vun der Mënschheet
lieweg Spure vu Männer a Fraen dréit, déi aus de verschiddenste kulturellen Horizonter kommen, an dass si all
bestätegen, eng radikal Erfahrung mam Absolute gemaach ze hunn. Eng Erfahrung, déi hinnen e Sënn an hirem
Liewe ginn huet.
Nach ëmmer gouf et Besoin no Spiritualitéit a Wäisheet. An d’Diversitéit vun dëse Wäisheete war nach ni sou
grouss wéi haut. Iwwer fofzeg Auteuren hunn un dësem Wierk matgeschafft, Geschichtsproffen, Schrëftsteller,
Paschtéier, Ethnologen, Mönchen, Philosophen, Anthropologen, Journalisten an Theologen.
De Bäitrag iwwer de Bâb a Bahâ’u’llâh kënnt vum William Hatcher, Mathematiker, Philosoph, Professor op der
Uni zu Laval am Québec. Säin Artikel beschreift kuerz wéi d’Bahâ’i Relioun entstan ass a wat d’Missioun vu
Bahâ’u’llâh war. Hie schreift iwwer d’Natur vum Mënsch a seng Evolutioun, iwwer d’Eenheet a Gerechtegkeet an
iwwer de Sënn vun der Relioun.
Relioun huet e ganzt konkret a praktescht Zil. Et soll dozou déngen, authentesch Relatiounen opzebauen, engersäits
tëschent Gott an dem Mënsch an anerersäits ënnert de Mënschen. De Glawen ass keng Ideologie.
D’Reegelen an d’Prinzipien déi Bahâ’u’llâh emimmt huet, weise ganz däitlech seng Intentioun e wierklech
geeschtege System ze grënnen an net einfach eng mystesch Philosophie ze proposéieren. Ouni wëllen d’Iddi ze
verwerfen dass déi mystesch Verbindung tëschent deem Eenzelnen a Gott am Häerz selwer vun der Spiritualitéit
läit, seet Bahâ’u’llâh ganz kloer dass d’Relioun och e soziaalt a kollektiivt Zil huet: Gott huet de Mënsche Prophete
geschéckt, an dat aus zwou Ursaachen: éischtens fir d’Mënschen aus der Ignoranz ze befreien a si zum Liicht vum
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 106 -
wierkleche Verständnes ze féieren. An zweetens de Fridden an d’Rou vun der Mënschheet sécherzestellen, an deem
Hien all déi Mëttele bereetstellt, mat där d’Mënschheet dëse Fridden erreeche kann.
Souwäit zum Bäitrag iwwer de Bahâ’i Glawen. Natierlech ginn déi aner grouss Reliounen am Detail virgestallt,
woubei d’Buch och no verschidden Themen agedeelt ass: Dorënner fënnt een zum Beispill: D’Friichte vum
geeschtege Liewen mat Passagen aus der Bhagavad-Gita an dem Franz vun Assisi. Aner Theme sinn: Modeller vu
Wäisheet an Hellegkeet, mat Texter aus den Evangelien an Texter aus dem Buddhismus, oder awer Texter zum
Thema Lassléisung a Vertrauen.
An ofschléissend dës kleng arabesch Wäisheet, besonnesch relevant an Zäit vu Suergen: Mir kënnen net
verhënneren dass d’Vulle vu Suergen iwwer eisem Kapp kreesen. Awer et läit un eis fir ze entscheeden, op si e
Nascht drop hauen duerfen.
Souwäit zu eiser Buchvirstellung: Le livre des sagess am Bayard Verlag. E schéine Weekend a bis d’nächst Woch.
147 D’Faaschtenzäit
Sendung 147, 28te Februar an lte März 2003. Et ass erëm eng Kéier sou wäit. Dëse Sonndeg fänkt fir 6 Millioune
Bahâ’i op der Welt d’Faaschtenzäit un.
Bahâ'u'llâh, Begrënner vun der Bahâ’i Relioun invitéiert d’Bahâ’i daagsiwwer, an dat nom Sonnenopgank a bis nom
Sonnenënnergank, näischt ze iessen an näischt ze drénken. Dat wärend 19 Deeg, all Joer, vum 2te bis den 20te
Mäerz. Et ass mol éischtens eng gutt Saach fir déi kierperlech Gesondheet. De Grond firwat d’Bahâ’i awer faaschte
läit éischter doranner dass een an där Zäit wou een näischt ësst einfach vill méi Zäit huet iwwer säi geeschtege
Fortschrëtt nozedenken. Et kann ee soen dass eise Menu vum Dag duerch e geeschtege Menu fir eng Zäit ersat gëtt.
Dass deen e bëssen anescht schmaacht ass normal. Also wärend dem Dag gëtt näischt giess an näischt gedronk. Et
ass dann üblech, dass ee viru Sonnenopgank opsteet fir Kaffi ze dré nk en an dass een sech duemo e Moment Zäit
zum Gebiet an der Meditatioun hëlt. Natierlech muss d’Gesondheet et engem erlaben ze faaschten. Schwanger Frae
brauchen net ze faaschten, genauso wéi Jugendlech ënner 15 Joer oder Leit iwwer 70. D’Faaschten ass och net
néideg wann een op der Rees ass oder wann ee schwéier kierperlech schafft. Mee fir e gesonde Mënsch ass
d’Faaschten eng wonnerbar Erfahmng, eng Entdeckungsrees zu de Wuerzele vu senger Existenz, vun där ee méi räif
a méi geeschteg erëmkënnt.
Wann ee faascht, fënnt een ebeemol Zäit, déi een normalerweis mat Iessen an Drénke verbréngt. Et geet u mat der
Kaffispaus moies, d’Mëttegiessen natierlech an déi kleng Paus Mëttes. Et ass grad déi sou gewonnen Zäit déi ee
kann nëtzlech mat Meditatioun a Gebiet verbréngen. Frënn an Aarbechtskollegen si virwëtzeg firwat een da faascht
a wat da Bahâ’i eigentlech ass. Déi éischt puer Deeg sinn oft am schwéiersten an da gëtt et méi einfach, an et winnt
een sech scho bal dmnn.
Mee et ass schonn eng Erausfüerderung. D’Iessen an d’Drénke kritt och nees vill méi en héije Stellewäert, well een
sech owes op e Glas Waasser freeë kann. D’Faaschten ass och e Symbol. Wann ee faascht enthält ee sech all deenen
op den éischte Bléck flotte Saachen, deenen ee jo andauernd ausgesat ass.
Interessant ass och, dass déi puer Deeg vimn der Faaschtenzäit, also vimm 2te März, besonnesch sinn. D’Bahâ’l
sinn invitéiert, wärend deene 4, 5 Deeg hir Freed mat aneren ze deelen a sozial Wierker ze realiséieren. Oft gi
Cadeaue gemaach, et geet een d’Famill a Frënn besichen an et mécht een eppes fir e gudden Zweck. D’Bahâ’i vu
Nanzeg zum Beispill haten de leschte Weekend hir Kollegen op e grousst Fest invitéiert wou d’Bahâ’i Kanner fir
hir Kollegen hir Talenter ënner Beweis gestallt hunn. Bei där Geleeënheet hate si Spillsaachen a Kleeder fir de
Secours Populaire gesammelt. E flotten Nomëtteg.
D’Faaschtenzäit hält den 21te Mäerz op. An dat ass d’Bahâ’i Neit Joer. Et ass och den Ufank vum Fréijoer. Dëst
Joer lued d’Bahâ’i Gemeng vun Esch op d’Bahâ’i Neit Joer an, an dat zu Esch, e Freideg den Owend, 21te März.
Um Programm ass e spirituellen Deel, duerno Iessen a Musek. Jiddereen ass häerzlech invitéiert.
Ofschléissend dës Gedanken aus de Bahâ’i Schrëften zum Thema Meditatioun: ,,Eng Stonn Nodenken ass méi wäert
wéi 70 Joerfromm Andacht. “
Bahâ'u'llâh seet: „All éierlecht Gebiet huet ëmmer seng Wierkung an et huet e groussen Afloss an der anerer Welt. “ 1 2
'Abdu'l-Bahâ ass gefrot ginn: „ Wéi e Sënn huet d ’Bieden eigentlech, wann den Herrgott jo alles am Grëff huet. Wéi
e Sënn huet et duefir dass mir Seng Hëlleffroen? Dorops hi sot hien: Et gehéiert sechfir e Schwaachen, sech un dee
1 Bahâ'u'llâh, Buch der Gewissheit, s.157
2 Esslemont S.221; Compilations, Und Zu 1hm Kehren WirZuriick
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 107 -
Staarken ze halen, ... Wann ee sech sengem Här zoudréint, sicht een d’Gnod vu sengem Mir. So ass dëst Flehen
aleng schonn e Liichtfir säin Häerz, Erliichtungfir seng Aen, Liewe fir seng Séil an Erhiewungfir säi Wiesen “. 1
Bahâ'u'llâh seet: „ Versenkt Iech an d’Mier vu Menge Wierder, dass dir hir Geheimnisser ergrënne kënnt an all déi
Pärele vu Wäisheet entdecke kënnt, déi an hiren Déifte verbuerge leien. “ 2
148 Internationale Fraendag - Interview mam Esther Zana-Nau (op franséisch)
148t Sendung, 7ten an 8te Mäerz 2003. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahâ’i. Um Mikro de Jean-Marie Nau
Dëse Samschdeg, 8te März ass intemationale Fraendag, ausgeruff och vun de Vereenten Natiounen, eng
Geleeënheet wou Fraen d’Welt iwwer feieren, Konferenzen halen an dat fir méi Gerechtegkeet, Gläichheet Fridden
an Entwécklung. Zu Eëtzebuerg invitéieren d’Union des femmes bahaies du Luxembourg zu engem Virtrag e
Méindeg den Owend, lOte Mäerz am Bahâ’i Zenter an dat mat der Madame Esther Zana-Nau, Member vum
Informatiounsbüro vun de Bahâ’i zu Lëtzebuerg an engagéiert a ville Fraenorganisatiounen a Frankräich.
Ech begréissen si häerzlech hei bei eis am Studio. Bonjour. Votre conférance porte le titre : Femmes, le monde a
besoin de vous. Le savez-vous ? C’est un titre un peu inattendu, un peu provocateur, pourquoi l’avez-vous choisi ?
Esther : ....
JM : Mais alors, est-ce-que vous voulez dire que le monde a plus besoin des femmes que des hommes ? Esther : ...
JM : Citations d’‘Abdu’l-Bahâ : “aussi longtemps que les femmes seront empechées de développer au maximum
leurs facultés, les hommes ne pourront atteindre la grandeur qui pourrait etre la leur. ” (‘Abdu’l-Bahâ , Causeries de
‘Abdu’l-Bahâ â Paris, Maison d’Éditions Bahâ’ies, Bruxelles, 1987, p. 117)
Merci Madame Zana. Dës Konferenz ass e Méindeg den Owend am Bahâ’i Zenter, 17 allée Léopold Goebel an der
Stad, an dat um 8 Auer. Méi Info doriwwer hei um Radio Ara: 222289 oder um 44 22 20. Wéi ëmmer gouf iech dës
Rubrik offféiert vun de lëtzebuerger Bahâ’i.
149 D’Bahä’i Neit Joer - Interview mam Esther Zana-Nau (op franséisch)
Hei ass keen Text, just Audio!
150 Accueil zu Lëtzebuerg (op franséisch)
Hei ass keen Text, just Audio!
151 Krich am Irak
Sendung 151, 28ten an 29te Mäerz 2003. Als Bahâ’i ass et ganz kloer dass mir eis net an d’Parteipolitik oder déi
intemational Politik amëschen. Well eist gréisst Prinzip ass d’Eenheet. An dat heescht dass wann ech zum Beispill
géint de Krich demonstréiere ginn, sinn ech domat automatesch géint d’Positioun vun engem oder méi anere
Länner. Et ass sécher net einfach, grad elo, fir keng direkt Positioun zum Krich am Irak ze huelen. Natierlech ass
Fridden op der Welt praktesch d’Zil vum Bahâ’i Glawen. A wéi dëse Fridden zustane komme soll, wësse mer, op
mannst an de groussen Zich, wa mer an de Bahâ’i Schrëfte kucken. Wéi soll dann de Fridden an der Welt erreecht
ginn?
'Abdu'l-Bahâ schreift dass „Fridden als isoléiert Zil net ze realiséieren ass; Fridden, wierklechen unhalende Fridden
- ass nëmmen an engem Gesamtkonzept méiglech, e Konzept wat geeschteg inspiréiert ass. D’Quell an den Impuls
vu sou engem Konzept ass d’Offenbamng vu Bahâ’u’llâh als eng ëmfaassend reliéis Neiorientéierung an enger Zäit
vum Ëmbroch an allen Aspekter vum mënschleche Liewen. .. Eng Relioun déi net nëmmen d’Prinzipie vun der
individueller Dugend vun der Nächsteléift erëm belieft, méi déi och nei gesellschaftlech Moossstief setzt: sou zum
Beispill d’Eenheet vun der Mënschheet.“
An der Publikatioun: D’Versprieche vum Weltfridden, enger Deklaratioun un d’Vëlker vun der Welt liese mer:
„Schonn am 19te Jorhonnert huet Bahâ ’u ’llâh fir d’éischt Propositioune fir den Opbau vun engem Weltfridde
virgeluecht. A sengen Deklaratiounen un d’Herrscher vun der Welt huet hien de Prinzip vu kollektiver Sécherheet
vertrueden. ... Ass eng Aschränkung vun absolutter nationaler Souveränitéit net onëmgänglech an eng noutwenneg
Bedéngung fir d ’Formatioun vun enger zoukënfteger Federatioun vun allen Natioune vun der Welt? Iergend eng
Form vu Welt-Iwwerstat muss noutwennegerweis entwéckelt ginn - e Stat, deem all Natioune fräiwëlleg jiddwer
Usproch op Krichsféierung, verschidde Rechter op Steiererhiewung an all Rechter op Rëschtung ausserfir d’Erhale
vun der interner Uerdnung um eegenen Territoire wäerten ofgetrueden hunn. Esou e Stat brauch a sengem
Aflossberäich eng international Exekutiv, där et méiglech ass, jiddwer tockegem Member vun der Federatioun hir
héchsten an onbestreitbar Autoritéit opzezwéngen; e Weltparlament, deem seng Memberen duerch d’Vëlker an alle
1 Sekundär Literatur, Bahâ ’u ’llâh und das Neue Zeitalter
2 Bahâ'u'llâh,Ährenlese, 70:2
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 108 -
Länner gewielt an duerch déi respektiv Regierunge bestätegt ginn; an en Héchst Geriicht, deem seng
Entscheedungen obligatoresch sinn, och an deene Fäll, wou déi concernéiert Parteien hire Sträitfall net fräiwëlleg
senger Juridictioun ënnerwäerfen.
Eng Weltgemeinschaft, an där sämtlech wirtschaftlech Barrière fir ëmmer aus dem Wee geraumt sinn a wou déi
géigesäiteg Ofhängegkeet vu Kapital an Aarbecht definitiv unerkannt ass; an där d’Gejäiz vu reliéisem Fanatissem
a Sträit ee fir allemol ophéiert; an där dFlam vum Rassenhaas endlech geläscht ass; an där en eenheetleche Code
fir internationaalt Recht, d Produkt vum iwwerlueten Urteel vun der Welt hire federéierte Volleksvertrieder, duerch
direkt an zwéngend Agräife vun de Federéierten hire vereenegte Sträitkräfte sanktionéiert gëtt; a schliisslech eng
Weltgemeinschaft, an där d Roserei vun engem onberechenbaren a militanten Nationalissem zu engem permanente
Bewosstsinn vun der Qualitéit vum Weltbierger ginn ass, - esou presentéiert sech tatsächlech a graffen Zich déi
Uerdnung, déi Bahâ ’u ’llâh virausgesinn huet, eng Uerdnung, déi een enges Daags wäert als déi schéinste Fruucht
vun engem Zäitalter betruechten, dat sech lues a lues opdeet. “ 9
152 Informatiounsowenter am Bahä’i Zenter
Sendung 152, 4ten a 5ten Abrëll 2003. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahâ’i. De Bahâ Y Zenter mécht seng
Dieren op! Um Mikro de Jean-Marie Nau.
Wärend deene nächste véier Dënschdegowenter organiséiert de Bahâ’i Informatiounsbüro an hirem Zenter an der
allée Léopold Goebel en Zyklus wou de Bahâ’i Glawe virgestallt gëtt. Hei elo déi verschidden Themen:
En Dënschdeg, 8ten Abrëll, owes um véierel op 8 léiert dir d’Léiere vum Bahâ’i Glawe méi genee kennen. Hei ginn
déi markantst Léieren a Prinzipien déi Bahâ’u’llâh developpéiert huet, presentéiert. D’Eenheet vun der Mënschheet
an hirer Villfalt ass d'Missioun vu Bahâ’u’llâh. Seng Visioun baséiert sech op engem kohärenten a koordinéierten
Ensemble vu mysteschen, etheschen a soziale Prinzipien, déi d’Bahâ’i respektéieren an an d’Realitéit ëmsetzen. Sou
zum Beispill d’Verwierklechung vun der Gläichheet vu Mann a Fra, d’Ofschafung vun all Forme vu Virurteeler an
Diskriminatioun, universell an obligatoresch Erzéiung an eng gerecht Form vu gouvemance mondiale ...
D’Woch duerno, en Dënschdeg 15ten Abrëll um 20.15 gëtt d’Fro gestallt: Wie sinn d’Bahâ’i? Wärend dësem
Owend gëtt d'Baha'i Gemeng an der Welt a besonnesch hei zu Lëtzebuerg virgestallt. D’Pluralitéit vun enger
vereenter Gemeng, an dat an hiren Ziler souwéi an deem wat se gleewen. D’Aart a Weis wéi d’Bahâ’f hire Glawe
liewen, hiren Engagement an der Welt an deem si Erzéiungs- a sozialprogrammer realiséieren an hir
Administratioun ouni Clergé entwéckele gi wärend dësem Owend diskutéiert.
Déi Woch drop, en Dënschdeg den 22ten Abrëll um 20.15 ass d’Thema: Wat geschitt mat eiser Welt? Eng Bahâ’i
Perspektiv. Dës Sessioun huet als Zil eng Bahâ’i Siicht vun de rezente Welt-Evenementer ze ginn, déi d’Geschicht
beaflosst hunn an eng Visioun fir d’Mënschheet ze proposéieren, sou wéi een se an de Bahâ’i Schrëfte fënnt. Eng
Mënschheet um Wee zu enger Zäit vu Fridden an Eenheet.
De leschten Dënschdeg am Abrëll, den 29ten ass den Ofschloss vun dësem éischten Zyklus hei zu Lëtzebuerg. Et
ass dës Kéier keng Präsentatioun mee éischter e Moment vu Meditatioun a Gebieder aus de Bahâ’i Schrëften, fir
esou déi verschidde Gebieder a mystesch Texter kennenzeléieren.
Den Zweck vun dësen Owenter ass natierlech fir de Leit Informatioune iwwer de Bahâ’i Glawen unzebidden, an dat
op Lëtzebuergesch an op Franséisch.
D’Bahâ’i Gemeng offréiert ausserdeem och e Cours fir Lëtzebuergesch ze léieren, awer e bëssen anescht.
D’Méisproochegkeet bei eis am Land ass eng vun eise gréisste Stäerkten a well am Moment sou eng grouss
Demande fir Lëtzebuergeschcoursë besteet, gouf dës Initiativ geholl, och am Bahâ’i Zenter kënne Lëtzebuergesch
ze léieren. Fir méi Informatiounen a fir d’Aschreiwungen kënnt dir eis um Radio eng Nooricht hannerloossen. Et
ass dat den 228889.
Fir ofzeschléissen kucke mer eis kuerz un, wéi d’Bahâ’igemeng hei am Land entstan ass: Nom zweete Weltkrich,
am Februar 1947 ass eng gewëss Madame Honor Kempton, eng Englännerin, an d’Land koum fir den Awunner
vum Land de Message vun Eenheet a Weltfridde vu Bahâ’u’llâh virzestellen. Kuerz duemo koumen aner
amerikanesch an australesch Bahâ’i an d’Land fir sech hir unzeschléissen. Am Dezember vum selwechte Joer, also
1947, huet d’Madame Suzette Hipp sech als éischt lëtzebuergesch Bahâ’i zum Glawe bekannt. Et huet knapp zwee
Joer gedauert bis 1949 den éischte lokale Rot an der Stad entstan ass.
An de 50er Joeren hunn hir Aktivitéiten zougeholl. Sou hu si sech um éischten europäesche Federalistekongress am
Stater Cercle bedeelegt, haten hir éischt ëffentlech Konferenz am Salon vum Hotel Brasseur an hu sech um
europäesche Bahâ’i Kongress am Casino des Bourgeois bedeelegt, den haitege Casino fir zäitgenëssesch Konscht,
an der Ënneschtgaass. Den éischte Bahâ’i Zenter war an der rue Maréchal Foch an 1953 huet Lëtzebuerg sech och
un der Formatioun vum regionalem Comité vun de Bahâ’i aus der Benelux bedeelegt.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 109 -
1962 gëtt den éischten nationale Rot gewielt. Fir den lOOte Gebuertsdag vun der Offenbarung vu Bahâ’u’llâh ze
kommémoréieren, deen de Kinneken a Leadere vu senger Zäit e Message adresséiert huet, iwwerreecht den
nationale Rot dem Grand-Duc, duerch den deemolege Statsminister Pierre Werner, eng Kopie vun dësem Message.
Haut fënnt een ëm déi 300 Bahâ’i a 47 Uertschaften. Et ginn 10 lokal Réit, an dat zu Bartreng, Keelen, Diddeleng,
Mamer, Suessem, Walfer, Esch, an der Stad, zu Péiteng an zu Ettelbréck. De national Rot huet säi Sëtz an der Stad
am Bahâ’i Zenter, 17, Allée Léopold Goebel.
D’Bahâ’i bedeelege sech un Ausstellungen, Konferenzen a Foiren, sou zum Beispill dem Festival des Migratiouns
et des Cultures, der Foire vum Bénévolat an dem Carnaval des Cultures. Sou gouf et 93 eng grouss Ausstellung am
Stater Cercle iwwer de Bahâ’i Glawen. Reegelméisseg Kannerklassen gi fir jiddereen ugebueden, eng Erzéiung wou
fir d’éischt moralesche Wäerter geléiert ginn an dernieft d’Geschicht vun der Bahâ’i Relioun an den anere grousse
Reliounen.
153 Geschicht: Léift, Räichtum an Erfolleg
Sendung 153, 1 lten an 12ten Abrëll 2003. Eng Fra koum aus hirem Haus wéi si dräi eeler Häre mat laange wäisse
Bäert gesouch déi virun hirem Haus souzen. Si huet se net erkannt an huet se gefrot: „Ech mengen net dass ech iech
kenne mee ech denke mir dass dir hongereg sidd. Kommt eran an iesst eppes. “ „Ass äre Mann dann doheem “, hu si
gefrot. „Nee “, äntwert d’Fra. „Hien ass fort. “ „Jo da kënne mer net erakommen ", hu si g’äntwert. Owes, wéi hire
Mann heemkoum, huet si him erzielt wat geschitt war. So hinnen dass ech elo heiheem sinn an dass si kënnen
erakommen. Dat huet si dunn och gemaach. „Mir ginn awer net zesummen an d’Haus eran ", soten si. „Afirwat
net ? “ huet si gefrot. Ee vun den eeleren Hären huet dunn erkläert: „Säin Numm ass Räichtum, “ an huet op ee vu
senge Frënn gewisen „an hien ass Erfolleg. Ech sinn d'Léift. An elo gitt zrécka berot mat ärem Mann wie vun eis
an d’Haus erakomme soll. “ D’Fra ass an d’Haus gaang an huet hirem Mann et verzielt. Hire Mann war immens
frou: „ Wéiflott“ sot hien. „Wann et esou ass, da loosse mir de Räichtum alueden. Looss e komme fir eis d’Haus
mat Räichtum ze fëllen!“ Seng Fra war net domat averstanen. ,, lläerzi, firwat invitéiere mir den Erfolleg net? “ Hir
Schwéiesch hat am aneren Eck vum Haus gelauschtert. Si koum mat hirem Virschlag. „ Wier et net besser d’Léift
anzelueden ? Eist Heem ass da gefellt mat Léift! “ „Komm mir lauschteren op eis Schwéiesch “ sot de Mann zur Fra.
„ Géi an invitéier d’Léift bei eis ze kommen. “ D’Fra goung eraus an huet déi dräi al Häre gefrot: “Wie vun iech ass
d’Léift? Kommt dir bei eis w.e.g. “ D’Léift stoung op an ass zum Haus zougaang. Déi aner zwee sinn och opgestan a
sinn him nokomm. Iwwerrascht, freet d’Fra de Räichtum an den Erfolleg. „ Ech hat dach nëmmen d’Léift
agelueden, firwat kommt dir dann och eran? “ Zesummen hu si du g’äntwert: „Hätt dir de Räichtum oder den
Erfolleg agelueden, wire mir zwee dobausse bliwwen, vu dass dir awer d’Léift agelueden hutt, gi mir mat, well wou
och ëmmer d’Léift geet, do gi mir och. Wou och ëmmer Léift ass, do ass och Räichtum an Erfolleg. ”
Fir ofzeschléissen e kuerzen Text op Franséisch aus de Bahâ'i Schrëften zum Thema Léift: « Sois assuré que
l’amour est le secret de la sainte loi de Dieu, la manifestation du Miséricordieux, lafontaine d'oü s’écoule l’eau
spirituelle. L’amour est la douce lumière céleste, le souffle éternel de l'Esprit saint qui vivifie l’âme humaine.
L’amour est la cause de la révélation de Dieu aux hommes et, selon la création divine, le lien vital inhérent â la
réalité des choses. L’amour est la voie unique qui assure une félicité véritable dans ce monde et dans l’autre.
L’amour est la lumière qui guide dans l’obscurité, le trait d’union vivant qui unit l’homme â Dieu et qui assure le
progrès de toute âme éclairée. L’amour est la loi laplus grande qui gouverne ce cvclepuissant et divin, lepouvoir
unique qui lie ensemble les divers éléments de ce monde matériel, la force magnétique suprëme qui règle les
mouvements des sphères de l’espace céleste. Par sa puissance infaillible et illimitée, l’amour révèle les mvstères
latents dans l’univers. L’amour est l’esprit de vie qui orne le corps de l’humanité, le fondateur de la vraie
civilisation dans ce monde mortel et le flot de gloire impérissable qui se répand sur toute race et nation animées de
sentiments élevés. » 1
Dës Emissioun ass mengem Papp gewidmet, deen dës Woch gestuerwen ass. Wéi ëmmer gouf iech dës Emissioun
offréiert vun de lëtzebuerger Bahâ’i, um Intemet ënner www.bahai.lu
154 E Bahä’i Begriefnes
Sendung 154, 18ten an 19ten Abrëll 2003. D’Stierwe gehéiert zum Liewen. Wann ee stierft dee mer besonnesch gär
haten, eng Persoun déi eis ganz no stoung, ass dat ëmmer traureg a schued, well mer jo neméi mat der Persoun
kënne sinn, neméi mat hir schwätzen a laache kënnen. Et ass eng Eier fir kënne mat op hiert Begriefnes ze goen, de
leschte Wee matgoen.
1 Abdu'l-Bahâ, cité dans "L'Art divin de vivre", p. 187-188
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 110 -
Wou dee Wee féiert ass eng Fro vum Glawen. “Et ass jo nach keen zréckkomm ” gëtt oft gesot. An der Bahâ’i
Relioun féiert de Wee an eng nei Welt, eng Welt vun där mer net vill wëssen, ausser dass se eis méi no zum
Herrgott féiert. Eis d‘nächst Liewen ass esou verschidde vun dësem Liewen wéi dat vum Kand am Bauch vun der
Mamm virun der Gebuert.
Wärend dem Begriefhes ginn eis munch Saachen duerch de Kapp. An de Bahâ’i Schrëften fanne mer e puer
praktesch Uweisungen, déi eis beim Oflaf vun engem Bahâ’i Begriefnes hëllefen.
De Läichnam soll net méi wäit wéi eng Stonn Wee ewech begruewe ginn, wou e gestuerwen ass. E soll mat Freed
an an aller Rou nobäi begruewe ginn. 10
De Verstuerwene soll gewäsch ginn an a fënnef Dicher aus wäisser Seid oder Kotteng agewéckelt ginn. Wien
d’Mëttelen net dozou huet, kann och een eenzegt Duch aus Seid oder Kotteng benotzen. 1
De Verstuerwene soll e Rank ugedoe kréien wou dropsteet: „ Vum Herrgott kommen ech an zu Him ginn ech nees
zréck, lassgeléist vun allem ausser Him, an ech hale mech fest u Säin Numm, de Barmhäerzegen, de
Matleedvollen. “ D’Bedeitung vun dësem Rank ass just fir eis déif Iwwerzeegung auszedrécken, dass eis Séile vun
eisem Schëpfer kommen and dass si zu Him zréckginn. 1 2
De Verstuerwene soll an engem Sarg begruewe ginn. 3 De Sarg selwer kann aus haardem Holz, Kristall oder Stee
sinn. Firwat? Well de Kierper, obschonn en elo Stëbs ass, eng Kéier zesumme war mat der onstierflecher Séil vum
Mënsch. 4 De Kierper soll sou wäit wéi méiglech preservéiert ginn, sou dass een näischt brauch ze erliewen, wat een
ofstéisst. 5
Wann de Verstuerwene gär seng Organer spent, ass dat duerchaus méiglech, oder wann e gär säi Kierper der
Fuerschung zur Verfiigung stellt.
Éier de Sarg an de Buedem kënnt, gëtt d’Gebiet fir déi Verstuewe gesot. Et gëtt vun engem Glewegen virgedroen
iwwerdeems all déi. déi do sinn, stinn.
Am Bahâ’i Glawen gëtt de Kierper nom Doud net verbrannt. Vu dass Bahâ’u’llâh wollt dass den Doudege
begruewe sollt ginn, huet Hien domat indirekt d’Verbrennen découragéiert. De Kierper vum Mënsch gouf lues a
lues geschaf, genee sou soll seng Dekompositioun graduell geschéien. Wier et besser fir de Kierper gewiescht, nom
Doud verbrannt ze ginn, dann hätt d’Kreatioun dat esou geplangt, dass nom Doud de Kierper automatesch Feier
fänkt an zu Äsche gëtt. 6
Op de Griewer selwer fënnt een oft e klengt Zitat aus de Bahâ’i Schrëften, wéi zum Beispill: “O Jong vum
Héchsten! Fir dech hunn Ech den Doud zu engem Glécksbrénger gemaach. Firwat bass de traureg? D ’Luucht hunn
ech gemaach fir dass si op dech straalt. Firwat verstopps de dech virun hir?” 1
1 130. The Lord hath decreed, moreover, that the deceased should be enfolded in five sheets of silk or cotton. For those whose means are limited a single
sheet of either fabric will suffice. Thus hath it been ordained by Him Who is the All-Knowing, the All-Informed. 66 It is forbidden you to transport the body of
the deceased a greater distance than one hour's joumey from the city; rather should it be interred, with radiance and serenity, in a nearby place. (Bahä’uTlâh, The Kitab-i-Aqdas, p.
65) Verset: 1.130 De plus, le Seigneur a décrété que le défunt devrait ëtre enveloppé dans cinq draps de soie ou de coton. Pour ceux dont les moyens sont limités, un seul drap d'une
de ces matières suffira. Ainsi en a-t-il été ordonné par celui qui est l'Omniscient, l'Informé. II vous est interdit de transporter le corps du défunt â une distance de plus d'une heure de
trajet de la cité; il devrait plutöt ëtre enterré, avec une sérénité radieuse, dans un lieu proche. (Bahâ’u’llâh, Le Kitab-i-Aqdas) Der Herr hat überdies verordnet, daß der Verstorbene in
fünf Tücher aus Seide oder Baumwolle gehüllt werde. 1 Wer über begrenzte Mittel verfügt, für den genügt ein einziges Tuch aus einem der beiden Stoffe. So ward es geboten von Ihm,
dem Allwissenden, dem Allunterrichteten. Es ist euch verboten, den Leichnam mehr als eine Stunde Weges aus der Stadt zu bringen 2 ; vielmehr soll er freudig, voll Seelenfrieden an
einem nahen Ort begraben werden. 12 s.nl51-nl52 (Bahâ’uTlâh, Kitab-i-Aqdas)
2 The placing of the burial stone [ring] on the dead has no other significance than to emphasize our profound conviction that our souls come from our Creator and to Him they retum,
and in Him we believe and tmst. Written on behalf of Shoghi Effendi, in Dawn of a New Day, p. 101 (Compilations, NSA USA - Developing Distinctive Baha'i Communities)
3 "Der Herr hat bestimmt, daß die Toten in Särgen beerdigt werden." (128)
4 The Bâb has told us to bury the dead in silk (if possible) in coffins of crystal. Why? Because the body, though now dust, was once exalted by the immortal soul of man! Written on
behalf of Shoghi Effendi, in Bahâ'i News, #210, August 1948, p. 2 (Compilations, NSA USA - Developing Distinctive Baha'i Communities)
5 Since this physical body is the throne whereon the inner temple is established, God hath ordained that the body be preserved to the extent possible, so that nothing that causeth
repugnance may be experienced." (Compilations, NSA USA - Developing Distinctive Baha'i Communities)
6 814. The body of man, which has been formed gradually, must similarly be decomposed gradually. This is according to the real and natural order and divine law. If it had been
better for it to be bumed after death, in its creation it would have been so planned that the body would automatically become ignited after death, be consumed and tumed into ashes.
But the divine order formulated by the heavenly ordinance is that after death this body shall be transferred from one stage to another different from the preceding one, so that
according to the relations which exist in this world, it may gradually combine and mix with other elements, thus going through stages until it arrive in the vegetable kingdom, there
tuming into plants and flowers, developing into trees of the highest paradise, becoming perfumed and attaining the beauty of color. Cremation suppresses it speedily from attainment
to these transfonnations, the elements becoming so quickly decomposed that transformation to these various stages is checked. 44 (Compilations, Baha'i Scriptures, p. 446)
7 Bahâ’uTlâh, Déi Verbuerge Wierder
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-111 -
Et ganz normal dass een traureg ass, deen deen ee gär hat, ze verléieren. Genee sou frou sollt een awer ënnerlech
sinn, dass déi Persoun elo méi no beim Herrgott ass an dass si fir eis biede kann genee sou wéi mir fir si biede
kënnen.
Zu dësem Thema fënnt ee méi am Bichelchen: Bahâ ’i, wat se glewen a wat net. Fir eis Nolauschterer hunn ech
zwee där Bichelcher ze verschenken. Et geet duer wann dir mer elo urufft an dat um 091334210. E schéine
Weekend a bis d’nächst Woch.
155 Humor
Sendung 155, 25ten a 26ten Abrëll 2003. Den Zirkus ass um Lampertsbierg. An dat bis den éischte Mee, also méi
laang wéi geplangt. All Dag um halwer véier an owes um aacht. A fir eis Radio ARA Nolauschterer gi mir aacht
Ticketen ewech, nëmmen déi bescht Plazen. A wat musst dir man? Einfach mir elo uruffen, an dat um 091334210
an da kënnt dir se op de Radio an d’Stad siche kommen. Also, fir näischt en Owend am Zirkus verbréngen, da rufft
mer elo un, um 091334210.
Wat huet dëse spueneschen Zirkus mat eiser Bahâ’i Rubrik ze dinn? Et ass d’Freed um Liewen. Et ass d’Striewe fir
a sengem Liewen dat Bescht ze man. Et ass den Humor an d’Liewensfreed, ouni déi et sech schwéier hei liewe léist.
'Abdu'l-Bahâ dee sécher keen einfacht Liewen hat, ass de Bahâ’i par excellence. Iwwer hie gouf gesot dass hien en
delikaten an taktvollen Humor hat, dee genee sou natierlech, ustiechend wéi genësserlech war. 1 Am Buch: 'Abdu'l-
Bahâ zu London ", Rieden a Gespréicher vum 'Abdu'l-Bahâ, fënnt een eng Rei vu Beispiller wéi 'Abdu'l-Bahâ konnt
zu gläicher Zäit lëschteg, monter, frou an och eescht sinn. 2 3
Déi lescht Joere vu sengem Liewen ware friddlech. 1920 wéi Palestina ënnert briteschem Kontroll war, gouf
'Abdu'l-Bahâ zum Ritter genannt, an dat wéinst senge Verdéngschter zur Reconciliatioun an dem Wuelstand vun de
Leit am haitegen Israel. An där Zäit huet hie vill mat der ganzer Welt geschriwwen, hat Zäit fir um Päerd ze reiden,
eppes wat hir gär als Jugendleche gemaach huet. Säin Haus war ëmmer voll mat Inviteeë vun allen Hautfaarwen, déi
ageholl ware vun der Déift vu senge Gespréicher, senger Frëndlechkeet awer och sengem Humor. Mat sengen
lëschtegen Anektoten voller Witz krut hie jiddereen un d’Laachen. „Mäin Haus ass en Heem vu Gléck a
Laachen. “ u
Den Howard Colby Yves schreift an de Weeër vun der Fräiheet iwwer 'Abdu'l-Bahâ: „Et war sou wéi wa säi
Laachen eis géif mat enger iwwergrousser Sympathie awécklen, seng glënnereg Blécker eis aus allen Ecke vum Sall
géifen ënnert d ’Lupp huelen, fir esou all Nolauschterer ze erreechen, seng Gesten zugläicher Zäit sou voll mat
Autoritéit a Bescheidenheet, seng Wäisheet a säin Humor, alles dat huet fir mech op manst déi wierklech
mënschlech Bridderlechkeet ausgedréckt. “ 3 Dës Liewensfreed fënnt een och bei Bahâ’u’llâh, deen ze laache wosst
an immens frou konnt sinn. 12
Niewent de Qualitéite wéi Bescheidenheet, mënschlech Wäermt an Enthusiasmus fënnt een och e sprëtzegen
Humor, ouni awer d’Wichtegkeet vum Bahâ’i Glawen ze vergiessen. 13
An de Bahâ’i Schrëfte liese mer dass „Humor, Gléck a Freed sinn tvpesch fir e wierklecht Bahâ Y Liewen. ... Wann
Humor, Gléck a Freed en Deel vun engem ausgeglachenem Liewen ass, wou een och eescht Gedanken an
Iwwerleeungen, Matgefill a bescheidenen Déngscht fir den Herrgott fënnt, dat alles sinn Eegeschaften déi d’Liewe
beräicheren an zu senger Ausstralung bäidroen. 14
'Abdu'l-Bahâ warnt eis awer och dass eis Fräizäit net zu enger Verschwendung vun Zäit sollt ginn. 15
Ofschléissend dëse Witz fir d’Kanner: Bei enger Méckefamill doheem. Seet d’Kand zur Mamma. Mamma duerf ech
muer op de Concert goen. Jo, seet d’Mamm, mee pass awer op wann d’Leit klappen.
Vill Spaass am Zirkus a bis d’nächst Woch wënscht iech äre Jean-Marie.
1 L'impressionnante dignité qui se dégage de sa présence et de sa prestance est teintée d'un humour délicat et plein de tact, qui est tout aussi naturel que contagieux et délicieux.
‘Abdu’l-Bahâ a Londres
2 avec la rapide transition de quelqu'un qui sait ëtre ä la fois gai et grave, il se montra terriblement sérieux. ‘Abdu’l-Bahä a Londres
3 Mais son sourire qui semblait nous envelopper d'une sympathie débordante, ses regards étincelants qui scrutaient tous les coins de la salle comme pour y atteindre chaque auditeur,
ses gestes si pleins â la fois d'autorité et d'humilité, sa sagesse et son humour tout exprimait (pour moi du moins) la véritable fratemité humaine. (H.C. Yves, voies-liberte)
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 112 -
156 D’Welt brauch eng nei Aarbechtsethik
Sendung 156, 2ten an 3te Mee 2003. Dës Woch hu mer den lte Mee gefeiert, den Dag vun der Aarbecht. Wann ech
un Aarbecht denken, denken ech u Freed, Begeeschterung, Verdéngscht, Zeffiddenheet awer och u Chömage,
Aarmut, Demoraliséierung an un Ongerechtegkeet. Wat soen d’Bahâ’i Schrëften dozou?
„Am haitegen Denken ass d’Virstellung am Bezuch zur Aarbecht virun allem op eng gewënnbréngend
Beschäftegung reduzéiert, ... Doraus ergëtt sech ... dass d’Kafen an de Verbrauch zum Erhalen an der Ausdehnung
vun der Güterproduktioun féiert a sinn esou d’Basis vu bezuelter Beschäftegung. Op den Eenzelne bezu sinn all dës
Aktivitéite wesentlech fir d’Wuelergoe vun der Gesellschaft. D’Onzoulänglechkeet vun der Gesamtvirstellung ergëtt
sech awer souwuel aus der Apathie, déi Kommentatore bei enger grousser Zuel vu Beschäftegten an alle Länner
feststellen, wéi awer och d’Demoraliséierung vun enger usteigender Zuel vun Aarbechtslosen." 1
„Et ass dofir net erstaunlech, dass d’Erkenntnis wiisst, dass d’Welt dréngend eng nei Aarbechtsethik brauch. Och
hei kann näischt Geréngeres wéi d’Asiichten, déi aus der schëpferescher Wiesselwierkung vun de
wëssenschaftlechen a reliéise Wëssensvstemer gewonne ginn, eng däraarteg grondleeënd Neiorientéierung vun de
Gewunnechten an Haltunge bewierken. Anescht wéi d’Déieren, déifir hire Liewensënnerhalt vun deem ofhänke wat
d’Emwelt hinne bitt, sinn d’Mënsche gezwongen, déi ongeheier Fäegkeeten, déi latent an hinne leien, duerch
produktiv Aarbecht zum Droen ze bréngen afir sou hir eege Besoinen an déi vun anerer ze befriddegen. Duerch dës
Aktivitéit gi si - wann och nëmmen op engem nach sou bescheidenem Niveau — Akteuren am Prozess deen d’Kultur
virundréit. Si erfëlle sou e Sënn, dee si mat anere verbënnt. An deem Mooss wéi d’Aarbecht bewosst am Geescht
vum Déngscht un der Mënschheet gemaach gëtt, ass si, seet Bahâ ’u ’llâh, eng Form vu Gebiet, e Wee fir Gott ze
veréieren. All Eenzelnen huet d’Fäegkeet, sech an dësem Liicht ze gesinn, a gerad op dës ... Méiglechkeet vu sech
selwer muss sech d’Entwécklungsstrategie beruffen, onofhängeg vun derAart vun de jeeweils verfollegte Pläng an
deem duerch si an Aussicht gestellte Léin. Keng gerénger Perspektiv wéi déi wäert jeemools d’Mënsche vun der
Welt zu jenem Ausmooss u Beméiungen an Engagement veruloossen, wéi déi virun ons leiende wirtschaftlechen
Aufgabe verlaangen. “ 2
Heescht dat also, dass mer an éischter Linn net wéinst de Sue schaffen, mee fir eis eegen Entwécklung
weiderzebréngen. Wa mer eis bewosst sinn, dass egal wéi eng Aarbecht mer och maachen, et drop ukënnt, dës
Aarbecht am Déngscht vun der Mënschheet ze man, da si mer um richtege Wee. Domat huet jidderee säin Deel vu
Verantwortung, sief et de Buschauffer, den Architekt oder de Bankdirekter. All Aarbecht an all Déngscht, déi mat
Léift an Devotioun gemaach ginn, si schlussendlech genee wéi e Gebiet. 16 De Wäert läit an deem, wéi een seng
Aarbecht mécht. All Aarbecht, déi am Geescht vum Déngscht un der Mënschheet gemaach gëtt, ass an der Bahâ’i
Relioun Gottesdéngscht. Relioun soll sech virun allem an Aktiounen, net a Wierder ausdrécken.
Abdu'l-Bahâ seet: „Loosst är Aktiounen haart an d’Welt erausruffen, dass dir wierklech Bahâ’i sidd, well et sinn
d’Aktiounen déi d’Welt uspriechen an d’Ursaach vum Fortschrëtt fir d’Mënschheet sinn. “ ll
„Eis Aktioune bréngen d’Welt weider, verbreeden Zivilisatioun, hëllefen der Wëssenschaft zum Fortschrëtt a
loossen d’Kënschte sech entwéckelen, “ IS „Strieft duerno, dass är Aktiounen Dagfir Dag wonnerbar Gebieder sinn.
Dréint iech zum Herrgott a probéiert ëmmer, dat ze man, wat richteg an eedel ass. Ënnerstëtzt déi Aarm, hëlleft
deenen opstoen, déi gefall sinn, gitt deenen Trouscht déi traureg sinn, bréngt Heelungfir déi, déi krank sinn, stäerkt
déi, déi an Ângschte sinn, befreit déi Ënnerdréckt, maacht deenen Hoffnung déi keng méi hunn, a passt op déi op
déi verlooss sinn! Dat ass d’Aarbecht vun engem wierkleche Bahâ ’i. ... “ I9
1 Im gegenwärtigen Denken ist die Vorstellung in Bezug auf Arbeit überwiegend auf eine gewinnbringende Beschäftigung reduziert, die auf den Erwerb von Mitteln fiir den Konsum
verfiigbarer Güter abzielt. Daraus ergibt sich ein Kreisschluß: Erwerb und Konsum fiihren zu Erhalt und Ausdehnung der Giiterproduktion und sind damit in der Folge die Grundlage
bezahlter Beschäftigung. Auf den einzelnen bezogen sind all diese Tätigkeiten für das Wohlergehen der Gesellschaft wesentlich. Die Unzulänglichkeit der Gesamtvorstellung ergibt
sich jedoch sowohl aus der Apathie, die Kommentatoren bei einer großen Zahl der Beschäftigten in allen Ländem feststellen, als auch aus der Demoralisierung der wachsenden Heere
von Arbeitslosen.
2 Es ist daher nicht erstaunlich, daß die Erkenntnis wächst, daß die Welt dringend eine neue "Arbeitsethik" braucht. Auch hier kann nichts geringeres als die Einsichten, die aus der
schöpferischen Wechselwirkung der wissenschaftlichen und religiösen Wissenssysteme gewonnen werden, eine derart grundlegende Neuorientiemng der Gewohnheiten und
Haltungen bewirken. Anders als die Tiere, die für ihren Lebensunterhalt von dem abhängen, was die Umwelt bereitstellt, sind die Menschen gezwungen, die in ihnen latent
vorhandenen ungeheueren Fähigkeiten durch produktive Arbeit zum Tragen zu bringen, um ihre eigenen und die Bedürfnisse anderer zu befriedigen. Durch dieses Tun werden sie -
wenn auch auf noch so bescheidenem Niveau - Mitwirkende am Prozeß des Vorantragens der Kultur. Sie erfüllen daher einen Sinn, der sie mit anderen verbindet. In dem Maße, wie
Arbeit bewußt im Geiste des Dienstes an der Menschheit verrichtet wird, ist sie, sagt Bahä'u'llâh, eine Form des Gebets, ein Weg zur Verehrung Gottes. Jeder einzelne hat die
Fähigkeit, sich in diesem Licht zu sehen, und gerade auf diese unveräußerliche Möglichkeit des Selbstes muß sich die Entwicklungsstrategie bemfen, unabhängig von der Art der
jeweils verfolgten Pläne und dem durch sie in Aussicht gestellten Lohn. Keine geringere Perspektive als diese wird jemals die Menschen der Welt zu jenem Ausmaß an Bemühungen
und Engagement veranlassen, das die vor uns liegenden wirtschaftlichen Aufgaben erfordem. (Briefe des UHG, Das Wohlergehen der Menschheit)
Bahâ ’iEmissiounen utn Radio ARA 2000-2007
-113 -
157 D’Bahä’i Perspektiv zu den haitege Weltevenementer
Sendung 157, 9ten an lOte Mee 2003. Wat an der Welt geschitt kann ee wuel kaum onberéiert loossen. Wéi kann ee
sech eng Meenung maachen iwwer all dat? Wéivill Zeitunge kann ee liesen a wéivill Femseh a Radiosprogrammer
kucken a lauschteren? Wéi fënnt een e roude Fuedem? Wat hunn d’Weltevenementer mat der Bahâ’i Relioun ze
dinn? Den héchste Gremium am Bahâ’i Glawe gëtt eis oft Richtlinnen a baséiert sech op den hellege Schrëfte vum
Begrënner, Bahâ’u’llâh. Engem Bahâ’i bidden d’Schrëften eng ongeheier Méiglechkeet méi kloer ze gesinn, de
roude Fuedem net ze verléieren a sou duerch konkret Aktiounen d’Visoun vum Fridde Schrëtt fir Schrëtt an
d’Realitéit ëmzesetzen.
Fridden ass fir all d’Natioune méiglech. Et ass eng Etapp an der sozialer Evolutioun vun eisem Planéit laanscht déi
mer net kommen. Mir erreechen dës Etapp entweder no engem onvirstellbaren Horror oder andeems mer et fäerdeg
bréngen iwwer eis grouss Problemer ze diskutéieren an ze beroden. An domat ass eng Berodung gemengt wou
d’Vertrieder vun der Mënschheet zesumme komme fir ze kucke wéi sou e Fridde kann opgestallt ginn.
An dësem Prozess fir friddlech mateneen ze liewen, schéngt et awer wéi wa mer net weider kéimen. Et geet ëm
d’Natur vum Mënsch. Engersäits wëllt jidderee Fridden, anerersäits awer sinn der vill iwwerzeegt dass et ni wäert
Fridde ginn, well de Mënsch vun Natur aus aggressiv wier. Dës Usiicht musse mer nach eng Kéier iwwerdenken.
De Mënsch huet d’Méiglechkeet Guddes oder Schlechtes ze man. Nëmmen eng Erzéiung zum Fridden an zur
Nächsteléift kann dës Tendenz zur Aggressivitéit ënnerbannen. De Mënsch entscheed sech ëmmer nees gutt oder
schlecht ze sinn.
Sou wéi de Mënsch wiisst an erwuesse gëtt, sou ass dat och mat der Mënschheet als Ganzt. A mir liewen haut an
enger Zäit wou mer zesummen aus der Lichtsënnegkeet vun der Jugend mat hiren Topegkeeten erauskommen an
ufänken erwuessen ze ginn. Kricher, Virurteeler a Konflikter sinn all Expressioune vun Etappe vun engem groussen
historesche Prozess gewiescht. Et sinn turbulent Zeeche vum kollektive Wuesstem vun der d’Mënschheet. Et sinn
dat och Symptomer vun Institutiounen déi keng Daseinsberechtegung méi hunn a Manéiere fir ze denken déi
iwwerlieft sinn. Do hu mer zum Beispill den Nationalismus, rassistesch Exklusivitéit, Virurteeler, reliéisen
Awerglawen, diktatoresch Regierungen, d’Verletze vun de Mënscherechter an sou weider.
D’Relioun ass eng staark sozial Kraaft an et duerf een se net iwwersinn wann ee wëllt Weltfridden erreechen.
Relioun ass „ dat gréisst vun alle Mëttele fir Uerder an der Welt ze schafen... Sollt dës Luucht vun de Reliounen
awer zougedeckt ginn, entsteet Chaos an Duercherneen an d’Luuchte vun der Fairness a Gerechtegkeet, vu Rou a
Fridden halen op ze schéngen. “ 20
Leider ass et awer sou dass d’Leadere vun de Reliounen an der Vergaangenheet vun hirer Muecht profitéiert hunn.
Si hunn aus der Relioun en Instrument vu Sträit gemaach, an dat a sou engem Mooss dass se just de Contraire vun
hirem ursprénglechen Zweck bewierkt huet. Dabei kënnt, dass mer gesi wéi Fanatismus nees um Wuessen ass, an
och Ersatzreliounen déi am Materialissem, Kapitalismus an aneren Ideologien ëmmer méi Unhänger fannen.
Um Wee zum Fridde sinn awer schonn eng Rei vu kollektive Schrëtt geholl ginn. Dozou gehéieren d’Vereenten
Natiounen, de Marché Commun an d’Europäesch Unioun. Fridde schafen heescht awer net nëmmen d’Ofschafung
vum Krich. Et geet och net duer Verträg ze ënnerschreiwen, et geet drëm Léisunge fir Problemer ze fanne wou mer
am Ufank net mengen dass se direkt eppes mam Fridden ze dinn hunn: sou zum Besipill Rassismus, extrem
Ënnerscheeder tëschent Aarmen déi ëmmer méi aarm ginn a Räichen déi ëmmer méi Räich ginn; wëllen
Nationalismus a reliéise Sträit.
Dozou kommen nach e puer Viraussetzungen déi wesentlech si fir Fridden ze schafen an de Fridden ze halen. Et
sinn dat d’Emanzipatioun vun de Fraen; Erzéiung fir jiddereen an eng gemeinsam Sprooch niewent der
Mammesprooch fir sou d’Verstännegung ze verbesseren. Déi grouss Frou stellt sech elo: Wéi kommen ech do wou
ech gär wier a wat brauch ech alles. An dat gesi mer an eiser nächster Emissioun.
158 Frëndschaft
Sendung 158, löten a 17te Mee 2003. An der Serie Juwele vun de Wierder vun Abdu'l-Bahâ fanne mer
d’Frëndschaft. Wat seet d’Bahâ’i Relioun iwwer d’Frëndschaft? Wat ass Frëndschaft? Déi ganz Zesummestellung
fannt dir am englesche Bahâ’i Verlag oder mam Programm Ozean, deen dir um Intemet erofluede kënnt.
Hei e puer Zitater aus de Bahâ’i Schrëften dozou. ,, Wann s du dir enger Wourecht bewosst bass, wann s du e Juwel
besëtz vun deem anerer ausgeschloss sinn, deel et mat hinnen an enger Sprooch vun extremer Guttheet a guddem
Wëllen. “ 2I
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 114 -
„ Gëff dech net zefridde fir Frëndschaft eleng mat Wierder ze weisen, looss däin Häerz brenne mat immenser
Guttheetfir all déi, déi s du begéins
„Dass jidderee gesäit dass du mat universaler Léift gefëllt bass. Wann s du engem ... Frieme begéins, schwätz mat
him wéi mat engem Frënd; wann en elengze si schéngt, probéier him ze hëllefen, gëffhim bereedwëlleg däin
Déngscht; wann en traureg ass, tréischten, wann en aarm ass, hëllefhim, wann en ënnerdréckt ass, rett en, wann
en am Misère ass, stéi him bäi. An deem s de dat méchs, manifestéiers de net nëmmen a Wierder, mee an der
Aktioun an an der Wourecht, dass d’Mënschen all deng Bridder sinn.~ 3
„D ’Ongerechtegkeet an der Welt existéiert weider well d’Leit nëmme vun hiren Idealer schwätzen an net beméit
sinn déi Idealer an d’Praxis ëmzesetzen. Wann Aktiounen d’Ptaz vun de Wierder huelen, géif der Welt hire Misère
sech séier a Satisfaktioun ëmwandelen. “ 24
„Meng net dass de Fridde vun der Welt en Ideal ass, wat een onméiglech erreeche kann! Näischt ass onméiglech fir
den Herrgott. Wann s du dir vu ganzem Häerze Frëndschaft mat all Rass op der Âerd wënschs, wäert däi
Gedanken, geeschteg a positiv, sech verbreeden; et gëtt de Wonsch vun aneren, a wiisst méi staark a méi staark, bis
et de Verstand vun aii de Mënschen erreecht. “ 2S
„An der Mënschheet besteet d’Intentioun vun der Bridderlechkeet, well mir sinn ail d’Welle vun engem Mier,
d’Blieder an d’Friichte vun engem Bam. Dat ass engphvsesch Komerodschaft déi materiellt Gléck an der
mënschlecher Welt séchert. Wat se méi staark gëtt, wat d’Mënschheet méi weiderkënnt. ... “~ 6
„ Wierklech Kollegialitéit ass geeschteg, well physesch Kollegialitéit ënnerläit der Trennung. D Kricher vun der
äusserlecher Weltvun der Existenz trennen d’Mënschheet, awer an der éiweger Weltvun der geeschteger
Kollegialitéit ass d’Trennung net bekannt. Stofflech oder physesch Associatioun baséiert op weltlechen Interessen,
awer gëttlech Frëndschaft schëllegt hir Existenz den Otemzich vum Hellege Geescht. Geeschteg Kollegialitéit kann
ee mat der Luucht vergläichen, wärend d’Séile vun der Mënschheet wéi d’Lantere sinn. “ „ 27
„Du muss méi frou mat dengem Frënd si wéi mat dir selwer ; jo, du muss bereet sinn dech opzeopferen » 28
„De Mënsch soll bereet si Schwieregkeete fir sech selwer ze akzeptéieren, fir dass anerer Räichtum genéisse
kënnen “ 29
„Siefbeméit kengem Häerz wéi ze doen, an dass de net géint ee schwätz wann en net do ass, ... „ 30
An dann nach eng erfreelech Nouvelle: Nodeem et 34 Joer kee lokale Bahâ’i Rot zu Bagdad gouf, ass Enn Abrëll
dëse Rot nees gewielt ginn. Et ass och schéin ze wëssen dass d’Haus vu Bahâ’u’llâh zu Bagdad vun de Bomme
verschount blouf. Ëmmerhin huet Bahâ’u’llâh eng ganz Zäit zu Bagdad gewunnt. Méi dovun eng aner Kéier.
Zu gudder Lescht eng Invitatioun fir eis Radio ARA Nolauschterer an dat nächste Freideg, 23te Mee um 8 Auer
owes am Centre des Loisirs zu Lamadeleine, Gemeng Péiteng. D’Bahâ’i vu Lëtzebuerg feieren den 160ste
Gebuertsdag vun der Deklaratioun vum Bâb, dem Virleefer vun der Bahâ’i Relioun. Um Programm ass e
geeschtegen Deel mat engem musekaleschen Encadrement, eng kënschtleresch Virstellung an duerno e Buffet.
159 Relioun a Fraen
Sendung 159, 23ten a 24te Mee 2003. Am Jeudi vum 8te Mee schreift d’Liliane Thom Petit iwwer Relioun a
Respekt. „Mir mussen “ sou schreift se „ am 21te Jorhonnert aner Reliounen akzeptéieren, éischter wéi verréckt
oder geféierlech Sekten,fir das mer net an en totalen Atheismus erafalen. “ Ënnert anerem schreift si och dass all
d’Relioune vun der Welt de Fraen nëmme ganz wéineg Plaz ginn, mee dass dat awer Niewesaach ass an deem
Mooss wou et jo nëmme fir d’Frae wichteg ass.
Als Bahâ’i denken ech do direkt un 2 Saachen. Wat ass d’Définitioun vun enger Sekt a wéi eng Roll spillen d’Fraen
an der Bahâ’i Relioun?
Wann een der Encyclopedie Britannica gleewe kann, ass d’Bahâ’i Relioun nom Chrëschtentum déi am
wäitvebreetste Relioun op der Welt. Eng Relioun soll een och no hire Friichte beuerteelen. Et ass bekannt dass all
déi grouss Reliounen, sief dat d’Chrëschtentum, d’Juddentum oder den Islam, sech no enger gewëssen Zäit
opgedeelt hunn. D’Katholiken, d’Protestanten, d’Schiiten, d’Sunnis, an déi Opspléckunge kréie keen Enn. Wéi soll
ee sech do iwwerhaapt erëmfannen a vill méi wichteg; wéi soll ee sech do nach eens ginn?
Am Abrëll d’lescht Joer huet den héchste Bahâ’i Gremium sech un all d’reliéis Leadere vun der Welt geriicht an
hinnen an engem Bréif eng Analyse vun der Weltsituatioun gemaach a si opgefuerdert dach zesummenzeschaffen.
Wat ass d’Zil vun dëser Initiativ gewiescht? „Fir dass all déi concernéiert Persoune sech bewosst ginn dass et
dréngend néideg ass, dass d’reliéis Leadere sech mam Problem vun de reliéise Virurteeler beschäftegen, deen
amgaang ass eng ëmmer méi grouss Bedrohungfir d’Mënschheet ze ginn. Déi éischt Reaktioune vu villen Emfänger
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 115 -
weisen drop hin dass de Message eeschthaft considéréiert gëtt an dass en a gewësse Plazen souguer den
interreliéisen Aktivitéiten en neit Liicht hréngt. “
Deen anere Punkt deen ech kuerz beliichte wollt ass dee vun der Roll vun der Fra am Liicht vum Bahâ’i Glawen.
„D 'Emanzipatioun vun der Fra, d’Verwierklechung vun enger vollstänneger Gläichherechtegung tëscht de
Geschlechter, ass eng vun de wichtegsten, wann och manner erkannte Viraussetzunge fir de Fridden. Wien dës
Gläichherechtegung refiiséiert, begeet en Onrecht géint d’Hallschecht vun der Weltbevëlkerung afërdert an de
Männer schiedlech Astellungen a Gewunnechten, déi si aus der Famill op d’Aarbechtsplaz, an d’politescht Liewen
an zu gudder Lescht och an déi international Relatiounen droen. Et gëtt kee Grond, weder moralesch nach
praktesch oder hiologesch, deen esou ee Refus justifiéiert. Eréischt wann d’Fraen als vollwäerteg Partner an alle
Beräicher vum mënschleche Striewen opgeholl ginn, wäert dee moraleschen a psvchologesche Klima entstoen, aus
deem de Weltfridde kann ervirgoen. “ 1 2
„ Wann d’Frae sech voll a ganz an a Gläichheet mat de Männer un deem wat an der Welt geschitt, bedeelegen a wa si
mat Sécherheet a Kompetenz an déi grouss Arena vun de Gesetzer an der Politik erakommen, da wäerten d Kricher
ophalen. “ n
Eng lëtzebuerger Schrëftstellerin, d’Farah Dustdar schreift: „Fraepolitikass d’Afrostellung vun der traditioneller
Muechtpolitik. Am Plaz Muechtze kréien an Muechtze halen, orientéiert d'Fraepolitiksech un deenen zënter
Jordausenden ënnerdréckte Bedierfnesser vun de Fraen: d’Suergfir déi Schwaach, Matgefill, Ausgläich, Kooperatioun
a Konsensus. Fraepolitikzielt op engKultur vum Fridden. “ 3
160 L’éducation: Invitéeën: D’Madame Zana-Nau an den Här Benghozi, Deel 1/3
(keen Text) (op franséisch)
161 L’éducation: Invitéeën: D’Madame Zana-Nau an den Här Benghozi, Deel 2/3
(keen Text) (op franséisch)
162 L’éducation: Invitéeën: D’Madame Zana-Nau an den Här Benghozi, Deel 3/3
(keen Text) (op franséisch)
163 Ausstellung am Europaparlament zu Bréissel iwwer de Bahâ’i Glawen
Sendung 163, 20ten a 21te Juni 2003. Fir unzefänken eng Invitatioun: De Nationale Rot vun de Bahâ’i vu
Lëtzebuerg invitéiert iech op eng Rezeptioun fir de Gebuertsdag vun eisem Grand-Duc ze feieren. An dat an der
Stad nächste Mëttwoch 25te Juni um halwer siwen owes am Bahâ’i Zenter, 17 allée Léopold Goebel. Fir de
musekaleschen Encadrement suergt de Quatuor de Clarinettes aus dem Stater Conservatoire an zwar d’Klass vum
Här Henri Jeitz. Eng gutt Geleeënheet eise Bahâ’i Zenter ze besichen.
Südamerika kritt en neit Haus vun der Andacht. No der Ausschreiwung fir dëst Gebai vum héchste Bahâ’i
Gremium, haten 185 Architekten hire Projet eragereecht. Dovuner sinn der fënnef méi genee gekuckt ginn a
schlussendlech ass et de Siamak Hariri vun Toronto, Kanada, deem säi Projekt ugeholl gouf. Dëst Haus vun der
Andacht huet Plaz fir 500 Leit a gëtt bei Santiago a Chile gebaut. De Projet soll an den nächsten dräi Joer fäerdeg
sinn. Den Design huet néng Säiten, déi sech ronderëm d’Haus vun der Andacht béien. Dës delikat Säiten sinn aus
duerchsichtegem Alabaster, eng Säit nobannen an eng no baussen. Fir sech e Bild iwwer dësen ongewéinlechen an
awer vun der Natur inspiréierten Design ze man, kuckt een am beschten um Intemet ënnert www.bahaiworldnews.org
Bréissel. Eng spezial Ausstellung gouf et d’lescht Woch am Haaptgebai vum Europaparlament zu Bréissel. Eng
Ausstellung déi den europäesche Parlamentarier weise soll, wéi d’Bahâ’icommunautéiten an Europa zur sozialer
Harmonie bäidroen. D’Jean Lambert, Parlamentarierin hat d’Ausstellung gesponsert an dat mam Titel:
D ’international Bahâ ’i communautéit: Méi wéi e Jorhonnert, duerch ganz Europa, d’Eenheet an der Villfalt
fèrderen. Iwwer 200 Leit, dorënner d’Ana Palacio, Ausseminister vu Spuenien an aner Prominenter, dorënner och
de lëtzebuerger grénge Parlamentarier ware bei der Rezeptioun. Ëm déi nonzeg Leit hu sech un enger Uried vum
Professer Suheil Bushmi bedeelegt mam Thema: D ’Ethik vun der Globalisatioun. Véierzéng Panneauen erzielen
mat Wierder a Fotoen wéi d’Bahâ’igemengen an Europa versicht hunn, Fridden, interkulturell Integratioun, reliéis
Toleranz a wirtschaftlech Ethik duerch eng Villfalt vu konkrete Projeten an Aktiounen ze fërderen. Vill Leit an
Europa, vimn allem d’Politiker wësse Bescheed iwwer d’Verfollegunge vun de Bahâ’i am Iran. Dës Ausstellung
1 Para 6,Message de Ridvan, MUJ 2003
2 D’Versprieche vum Weltfridden, s.35, eng Deklaratioun un d’Vëlker vun der Welt, Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet, 1985
3 Frauenpolitik, Farah DUSTDAR, Bahai Verlag 2002
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 116 -
wëllt weisen, wéi d’Bahâ’icommunautéiten an Europa sech an eiser Gesellschaft implizéieren a bedeelegen, a wéi si
op verschidde Manéiere soziale Fortschrëtt fërderen an dazou bäidroen.
An all de fofzéng Memberstaate ginn et gutt etabléiert Bahâ’i Gemengen mat hiren nationale Réit un der Spëtzt an
dat och an den zéng neien Natiounen, déi sech der Europäescher Unioun d’nächst Joer uschléissen. D’Bahâ’i sinn
dovun iwwerzeegt, dass et néideg ass dass mer op engem intemationale Plang zesummeschaffen an dass mer
d’Grondsätz vun der Europäescher Unioun ënnerstëtzen. An Europa ginn et sechsdausend Lokalitéite wou Bahâ’i
wunnen a si hunn eng 976 lokal gewielte Réit, déi d’Affäre vun der Gemeng um lokale Plang verwalten. Si hunn
national Kierperschaften oder Réit a 37 europäesche Länner an Territorien.
An zum Schluss vun eiser Emissioun gi mer op Haifa an Israel. 1.4 Millioune Leit hunn d’Bahâ’i Terrassen an
d’Gäert um Bierg Karmel besicht, ronderëm de Schräi vum Bâb. An dat an nëmmen zwee Joer, also zënter der
Erëffnung vun de Gäert. Déi meeschte Besicher kommen aus Israel, mat sechs an eng hallef Millioun Awunner.
D’Terrasse sinn eng vun den Top Touristenattraktiounen am Land.
Bal 400 000 Leit hate sech fir eng Visite guidée ageschriwwen. Dës Visite, déi de Bahâ’i Weltzentmm stellt, si
gratis. Et sinn ongeféier 25 israelesch Universitéitsstudenten, déi fir dësen Déngscht forméiert a bezuelt ginn, déi
déi meescht Visite maachen, awer et ginn och e puer ganzzäiteg professionnell Guiden. D’Guide kommen aus
engem jüdesche, chrëschtlechen, islameschen oder dmse Milieu. An d’Visite kritt een op hebräesch, arabesch,
englesch, mssesch a spuenesch. Also wann dir är Vakanz an Israel plangt da vergiesst net är Agence ze froen, e
Besuch zu Haifa an de Bahâ’i Gäert ze plangen. Changementer an der Welt an eis Responsabilitéit; Wat ass
W ahrhaftegkeet?
164 Geeschteg Nahrung
Sendung 164, 27ten an 28te Juni 2003. Wat verstitt dir ënnert „geistiger Nahrung“? Ass dat fir iech Meditatioun
oder Gebiet, an e Konzert goen, sech an der Bidden entspanen oder mam Auto duerch d’Landschaft fueren? Wat
och ëmmer, geeschteg Emiemng ass eppes wat mer all brauchen, eppes wat mer awer vläicht oft vergiessen. Sou
geet et mir jiddefalls ganz oft. Abé, en neien Intemetsite, deen ënnert www.geistigenahmng.com ze fannen ass,
offréiert iech all Dag e klengt Zitat fir är geeschteg Erniemng. Fir iech unzemellen an esou all Dag e klenge Cadeau
ze kréien gitt dir einfach op de Site www.geistigenahmng.com an dir loosst är Emailadress. Ech hunn dat elo bal
eng Woch, an hei sinn d’Themen déi ech bis elo krut: De Sënn vum Liewen; d’Liewen nom Doud; den Haaptzweck
vum Glawen u Gott a senger Relioun; loosst all Moie besser si wéi den Owend virdrun an; mäi beschte Rot fir iech.
Dës Intemetsäit kënnt aus Eisträich a sou wäit wéi ech dat konnt gesinn ass et eng privat Initiativ. De Site selwer
huet e rouege bloen Hannergrond, mat meditative Landschaftsbiller an eng ganz Rei vu Gedanken déi zum
Nodenken ureegen. Déi gewielten Texter baséiere sech op de Bahâ’i Schrëften. Mir Lëtzebuerger Bahâ’i dinn ons e
bësser schwéier fir d’Bahâ’i Schrëften an eis Sprooch ze iwwersetzen. Mee dat ass am gaang sech z’änneren. Mir
hunn déi offiziell Internetsäit ënnert www.bahai.lu , déi awer op Franséisch ass. Si presentéiert kuerz d’lëtzebuerger
Bahâ’igemeng mat hirer Diversitéit an hiren Aktivitéiten, déi eenzel lokal Bahâ’i Réit an och d’Union
luxembourgeoise des femmes bahâ’ies, d’Zäitschrëft Zeitfiir Geist an d’Bahâ’i inspiréiert ONG
www.unityfoundation.lu . Lëtzebuerger Bahâ’i Texter fannt dir um Site www.bci.org/nau eng perséinlech
Intemetsäit mat den Texter vun der Bahâ’i Rubrik um Radio www.ara.lu , mat ausgewielten Texter a Gebieder aus
de Bahâ’i Schrëften, niewent den däitsch, franséisch an engleschen Texter, awer och Fotoen a mat Informatiounen
zu de franséischen www.bahai.fr , däitschen www.bahai.de a belsche Bahâ’i Siten www.bahai.be . Et muss och gesot
sinn dass dës lëtzebuerger Texter eng virleefeg Iwwersetzung sinn, déi nach drop waarden, vum nationale Rot
approuvéiert ze ginn.
An dofir proposéieren ech iech haut e puer däitsch Texter zum Nodenken aus de Bahâ’i Schrëften: „Mäi beschte
Rotfiir iech: Biirdet keiner Seele eine Last auf die ihr selber nicht tragen wollt, und wünscht niemandem, was ihr
euch selbst nicht wünscht. Dies ist Mein bester Ratfiir euch, wolltet ihr ihn doch beherzigen. “ 1
„Loosst all Moie besser si wéi den Owend virdrun: O Völker der Welt! Gebt alles Böse auf und haltet fest, was gut
ist. Strebt danach, der ganzen Menschheit leuchtende Beispiele zu bieten und Wahrzeichen der göttlichen Tugenden
unter den Menschen zu sein. Wer sich aufmacht, Meiner Sache zu dienen, sollte Meine Weisheit offenbaren und alle
Miihe darauf wenden, die Unwissenheit von der Erde zu verbannen. Seid einig in der Beratung, seid eins im
Denken. Laßt jeden Morgen besser sein als den Abend davor und jeden neuen Tag reicher werden als den
gestrigen. Des Menschen Vorzug liegt im Dienst und in der Tugend, nicht im Prunk des Wohllebens und des
Reichtums. Habt acht, daß eure Worte rein sind von eitlem Wahn und weltlichen Liisten und eure Taten von List und
Argwohn. Vergeudet nicht den Reichtum eures kostbaren Lebens im Verfolg böser, verderbter Neigung, noch laßt
eure Miihe völlig in der Förderung eurer eigenen Interessen aufgehen. Seid großziigig in Tagen der Fiille und
1 Bahâ ’u ’llâh, Ährenlese - Eine Auswahl aus den Schriften Bahâ ’u ’llâhs
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 117 -
geduldig in der Stunde des Verlustes. Auf Not kommt Erfolg, und Jubel folgt dem Wehe. Nehmt euch in acht vor
Faulheit und Müßiggang, haltet euch an das, was der Menschheit, ob jung oder alt, hoch oder niedrig, Nutzen
bringt....
Bei der Gerechtigkeit des Herrn! Ihr seid erschaffen, einander Liebe zu bezeigen, nicht Eigensinn und Groll. Seid
nicht stolz auf eure Eigenliebe, sondern auf die Liebe zu euren Mitgeschöpfen. Riihmt euch nicht der Liebe zu eurem
Vaterland, sondern der Liebe zur ganzen Menschheit. Laßt euer Auge keusch, eure Hand getreu, eure Zunge wahr
und euer Herz licht sein
165 D’Bahä’i Summerschoul a Frankräich
Sendung 165, 4ten a 5te Juli 2003. Wëllt dir och eemol eng Kéier eng aner Zort vu Vakanz maachen? Aner Leit
kenneléieren, eppes fir är Séil maachen, d’Natur kenneléieren an de Bahâ’i Glaawe méi not ënnert d’Lupp huelen?
Da mellt iech fir d’Bahâ’i Summerschoul a Frankräich un. Et ass gutt méiglech dass dir do aner Lëtzebuerger
kenneléiert. Et ass elo schonn eng Gewunnecht fir sou munch Famillen, all Joer, déi lescht Woch am August an
d’Auvergne ze fueren. Net wäit vu Clermont-Ferrand fënnt een e flotte Summercamp mat verschidden
Iwwemuechtungsméiglechkeeten, vum Eenzelzëmmer bis zum Camping an dem Chalet, mat enger offener Piscine,
engem Séi an enger flotter, grénger Landschaft.
Um Wee zu engem Kulturwiessel ass dëst Joer d’Thema vun der Schoul, déi eng Woch dauert, vum 23te bis den
30ten August. Moies huet een d’Méiglechkeet sech un enger Konferenz ze bedeelegen, an dat mat engem Atelier
wou a Gruppen iwwer d’Thema diskutéiert gëtt. An der éischter Konferenz schwätzt de Simon Van Pamel iwwer
d’Bahâ’i Institutiounen an den Dag drop ass et de Michel Zahrai mam Thema: Um Wee zu engem Kulturwiessel,
d’20t Jorhonnert, e Jorhonnert vu Luucht. Dënschdes moies ass d’Thema: Déi nei Paradigme vun der Autoritéit,
oder, d’Regierungen an der Zäit vun der Mondialisatioun. Eise lëtzebuerger Fari Khabirpour schwätzt Mëttwochs
an Donneschdes moies iwwer d’Evolutioun vun de Familljerelatiounen an der geeschteger Transformatioun. De
leschte Moie ass d’Thema: Eng nei Kultur vun der Kommunautéit mat der Madame Hélène Sanders. An de Pausen
huet een dann d’Méiglechkeet sech an der Librairie ëmzekucken a virum Iesse mëttes sinn da jeweils
Reflexiounsatelieren a méi klenge Gruppen. An dësen Ateliere ginn ausgewielte Passagen aus de Bahâ’i Schrëften
zum jeeweilegen Thema gewielt an dës Texter ginn dann an der Grupp zesumme gelies an et gëtt driwwer
geschwat. Jidderengem säi Bäitrag, jidderengem seng Iddi ass wichtig a soll respektéiert ginn. Wärend véier Deeg
gëtt och en Atelier iwwer d’Koppel, d’Famill an isoléiert Eltere ugebueden. Wann ee bedenkt dass all zweet
Bestietnes an d’Bréch geet, ass et ëmsou wichteg dass d’Thema Familljeliewen eng wichteg Plaz an all Schoul soll
hunn.
Nom Iesse mëttes ass een da fräi a verschidden artistesch Ateliere seng Talenter ze entdecken, et kann ee Sport
maachen, trëppele goen an dëst Joer nei, am franséische Radio fréquence 19 un enger Sendung matschaffen.
D’Kanner a Jugendlech kommen an esou enger Vakanz voll a ganz op hir Käschten. Si hunn e ganzt flott
Encadrement a léiere vill nei Saache kennen. Nom Owesiesse geet de Programm da weider mat dësem Joer
folkloresch Dänz, eng Diashow, e Concert, an engem Talentowend, presentéiert vun de Kanner a Jugendlechen.
Wärend der ganzer Woch ginn et genuch Geleeënheete sech Zäit fir Gebieder a Meditatioun ze huelen, sief et
dobaussen oder dobannen. Méi Infoen iwwer d’Summerschoul fannt dir um franséischen Internetsite www.bahai.fr
oder bei eis um Radio um Telefon: 091334210.
Wann ee vun engem Kulturwiessel an der Bahâ’igemeng schwätzt ass et oft net einfach genee festzehale wat dat
dann heescht. Hei e puer Stéchwierder déi vum héchste Bahâ’i Gremium aus Haifa kommen: „Säi Liewe selwer an
de Grapp huelen. Duerch eegen Erfahrunge léieren a net bei klenge Feeler stoebleiwen. Sech géigesäiteg
ermuddegen. Konkret Aktiounen a Projeten iwwer e puer Méint duerchzéien an se dann evaluéieren. A sengem
Liewe sech kënnen op dat wichtegst konzentréieren, fokaliséieren. “
Et sief nach drop higewisen dass d’nächst Woch, den 9te Juli, d’Bahâ’i d’Welt iwwer, mëttes um 12 Auer,
d’ëffentlech Hirichtung vum Bâb am Iran, 1850 kommemoréieren. De Bâb, wat souvill wéi Dier heescht, war de
Virleefer vun der Bahâ’i Relioun an hie gouf higeriicht well hie sozial a reliéis Reformen agefouert huet. Dësen Dag
ass ee vu néng Feierdeeg, wärend deenen e Bahâ’i wa méiglech net schaffe sollt! Et ass normalerweis de lokale Rot
vun all Uertschaft deen eng Kommemoratioun organiséiert. Ofschléissend dëse Gedanken aus de Bahâ’i Schrëften
iwwer d’Dugenden:
„E gudde Charakter ass wierklech de beschte Mantel vum Herrgott fir d’Mënschen. ... Bei mengem Liewen!
D 'Liicht vun engem gudde Charakter iwwerstraalt d’Sonn an hire Glanz. “
1 Bahâ ’u ’llâh, Botschaften aus Akka
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 118 -
„Ein guter Charakter ist wahrlich der heste Mantel Gottes fiir die Menschen. Gott schmückt damit seine Geliebten.
Bei Meinem Leben! Das Licht eines gutenCharakters überstrahlt die Sonne und ihren Glanz. “
166 Péng, Schmäerz a Suergen
Sendung 166, 1 lten an 12te Juli 2003. Am Ufank vum 20te Jorhonnert huet de Jong vum Begrënner vun der Bahâ’i
Relioun zu Paräis Usprooche gehale fir all déi, déi sech fir d’Léiere vu sengem Papp interesséiert hunn. Hei elo e
klenge Passage aus eng sou enger Uried an dat zum Thema Péng, Schmäerz a Suergen.
,,/in dëser Welt beaflossen ons zwee Gefiller: Freed a Péng. D ’Freed gëtt eis Flilleken. An Zäite vu Freed hu mir
méi Kraaft, eisen Intellekt ass méi schaarf a mir versti vill Saache besser. Et fällt eis anscheinend méi liicht ons mat
der Welt ze moossen an dat Gebitt erauszefannen, dat eis gutt läit. Wa mer awer traureg ginn, gi mer schwaach,
d’Kraaft verléisst eis, eist Opnameverméige gëtt dréif an eis Intelligenz ëmschleiert. Mir kréien eist Liewe neméi
sou richteg an de Grëff, d’Ae vum Geescht kënnen déi geeschteg Geheimnisser neméi entdecken a souguer d’Liewe
schéngt eis ze verloossen.
Kee mënschlecht Wiese bleift vun dësen zwee Aflëss onberéiert, awer all d’Suergen a Verdross deene mer begéinen,
kommen aus der materieller Welt, déi geeschteg Welt dogéint schenkt eis nëmme Freed.
Sou kann zum Beispill de Geschäftsmann säi Geschäft verléieren a niddergeschloe sinn. En Aarbechter gëtt
entlooss an e kuckt dem Honger entgéint. E Bauer huet e schlecht Joer an e gëtt ängschtlech. E Mann baut sech en
Haus dat ganz ofbrennt an en ass op eemol ouni Dach iwwer dem Kapp, zugronngeriicht a verzweiwelt.
Dës Beispiller sollen iech all weisen, dass d’Prüfungen, déi ons bei Schratt an Tratt ëmginn, dass all eis Suergen,
eise Leed, Misär a Verdross aus der Welt vun der Matière kommen, wougéint dat geeschtegt Räich ni Trauregkeet
matsechbréngt a verursaacht. E Mënsch dee mat senge Gedanken an dësem Räich lieft, kennt eng Freed déi
undauert. Déi Iwwel déi d’Iewe vun allem Fleeschlege sinn, beréieren hien net, si sträife säi Liewe just un der
Uewerfläch, wärend hien déif an him selwer roueg an zefridden ass.
D ’Mënschheet ass haut niddergedréckt vu Problemer, Suergen a Leed. Kee ka sech deem entzéien. D 'Welt ass
naass vun Tréinen, awer d’Heelmëttel steet virun der Dier. Loosse mer eis Häerzer ewegdréine vun der Welt vun
der Matière a loosse mer an der Welt vum Geescht liewen. Si aleng ka Fräiheet ginn. Si mer vu Schwieregkeeten
ëmginn, da brauche mer den Herrgott nëmmen ze ruffen a seng grouss Baarmhäerzegkeet wäert eis hëllefen.
Wa mer krank an an Nout sinn, da loosst ons ëm Gottes Hëllefbieden an Hie wäert eist Gebiet erhéieren.
Wann eis Gedanke voll si mat enger Welt déi batter ass, da loosst ons eis Aen op d’Séissheet vum Matleed vum
Herrgott riichten an hie wäert eis himmlesch Rou schécken. Wa mer och an dëser materieller Welt gefaange sinn,
da ka sech awer eise Geescht an den Himmel erhiewen, a mir kënnen tatsächlech fräi sinn.
Wa sech eis Deeg dem Enn méi no kommen, do loosse mer un d’éiweg Welten denken a mir wäerte voller Freed
sinn.
Iwwerall ronderëm iech gesitt der Beweiser fir d’Onzoidänglechkeet vun de materielle Saachen an dass ee Freed,
Fridden an Trouscht net an de vergängleche Saache vun der Weltfanne kann. Ass et dofir net onsënneg, ons ze
weigerern dës Schätz do ze sichen wou mer se fanne kënnen. D 'Diere vum geeschtege Kinnekräich si wäit opfir
jiddereen a soss iwwerall ass alles däischter.
.... Wann är Deeg hei op der Âerd gezielt sinn, da sollt der wëssen dass iech d’éiwegt Liewen erwaart. Wann iech
materiell Angscht an eng donkel Wollek awéckelt, da wäert geeschtege Glanz äre Wee hell maachen. ... “
'Abdu'l-Bahâ schreift weider: „Ech war 40 Joer am Prisong - et wäer onméiglech gewiescht och nëmmen ee Joer ze
erdroen - keen huet esou eng Gefaangeschaft méi wéi eeJoer erdroen. Mee Gottseidank, wärend all dëse 40 Joer
war ech immens glécklech. All Dag, wéi ech erwächt sinn, war et mer wéi wann ech gutt Noorichten héiere géif an
all Nuecht huet mech mat immenser Freed erflëllt. Geeschtegkeet war mäin Trouscht a meng gréisste Freed war
mech Gott zouzewenden. Wéi soss hätt ech kënne véierzeg Joer Prisong aushalen.
Dofir ass Geeschtegkeet déi gréisst vun all de Geschenker vum Herrgott an éiwegt Liewen heescht sech dem
Herrgott zouzedréien. Dass jidderee vun Iech mat all Dag u Geeschtegkeet gewënnt, dass dir an allem wat gutt ass
Stäerkung fannt, dass iech de gëttlechen Trouscht ëmmer hëllefe wäert... an d’Kraaft vum himmlesche Kinnekräich
ënnert iech liewen a wierke wäert. Dat ass mäin déifste Wonsch an ech bieden den Herrgott, iech dës Gonscht ze
gewären. “
Souwäit e klenge Passage iwwer d’Thema Suergen a Schmäerz aus dem Buch: Usproochen zu Paräis mam 'Abdu'l-
Bahâ, Jong vum Begrënner vun der Bahâ’i Relioun.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 119 -
167 Filmvirstellung: Gott spille fir eng Woch, Bruce Almighty
Sendung 167 18ten an 19te Juli 2003. Ech wollt de Film am Fong net kucke goen. Bruce Almighty, mam Jim
Carrey a mam Morgan Freeman. An eigentlech sollt ech mat mengem zwielef Joer ale Bouf Fegally Blonde zwee
kucke goen, wat jo elo wierklech net immens déif ass, vun der Geschicht hier. Well hien sech awer am Dag geiert
hat, blouf als Alternative Bruce Almighty, d’Geschicht vum Reporter deen amgaang ass Carrière ze man, bei deem
et awer schief leeft. „ Gott ass géint mech “ seet hien, alles geet schief a mengem Fiewen. Hie gëtt esou rousen dass
e Gott verflucht an him d’Zänn weist. Gott äntwert him, an dat an der Form vum Morgan Freeman, deen him vu
sengem Papp schwätzt, e Mann dee säi ganzt Fiewe laang haart geschaft huet. A sou gëtt den Herrgott dësem
Reporter, dem Jim Carrey, d’Geleeënheet, fir eng Woch Gott ze spillen. Dobäi kommen awer zwou Konditiounen.
Hien duerf kengem soen dass hie Gott ass an hie muss jidderengem säi fräie Wëlle loossen. Sécher ass dat am
Ufank schwéier ze gleewen, mee wéi e mierkt dass e ka säin alen Auto an eng super Sportsmaschinn ëmwandele
kann a wann elo endlech säin Hond neméi an der Stuff seng Affär mécht, mee wéi e groussen op d’Toilet geet,
mécht dat him op eemol ongeheier Spaass. En plus kann en elo senger Frëndin vill besser imponéieren an e kritt
säin Job als Presenter beim Femseh. Bon, ech kann iech net alles verroden. Wann der gär e lëschtegen Owend hutt,
ass dëse Film ze rekommandéieren. Speziell och fir Jugendlecher. Firwat schwätzen ech an der Bahâ’i Emissioun
iwwer de Film? Well et einfach flott an erfrëschend ass am Kino sou en Thema ze fannen. U Gott gleewen ass
schliesslech eng Entscheedung déi een eng Kéier hëlt. Gott begräife wëllen ass éischter eng Utopie. Schliesslech ass
et jo mënschlech Gott wëllen ze verstoen. A wann e Film et fäerdegbréngt, dass een sech duerno Froe stellt a sech
Gedanken iwwer d’Thema Gott, Spiritualitéit a Gebiet mécht, dann huet e säin Zil erreecht. Sou soen d’Bahâ’i
Schrëften, dass d’Kraaft vum Verstand beim Mënsch eent vun de grousse Geschenker vu Gott ass. 1
Bis zu wéi engem Grad kann de Mënsch Gott verstoen? Dës Fro gouf'Abdu'l-Bahâ zu Paräis gestallt. Hei eng kleng
Synthèse. Hie seet dass et zwou Zorte vun Erkenntnis gëtt: d’Erkenntnis vum Wiese vun enger Saach an
d’Erkenntnis vu sengen Eegeschaften. Zum Beispill kenne mer d’Wiese vun der Sonn net, awer mir verstinn
d’Eegeschafte vun der Sonn, d’Wäermt an d’Eiicht déi se gëtt zum Beispill. Hie seet och dass et an dëser Welt
verschidde Stufe gëtt. D’Mineral gehéiert zum Minerahäich a ka ni d’Kraaft vum Wuesstum verstoen. D’Pflanzen
an d’Beem kënne ni gesinn; d’Déier kann ni d’Stuf vum Mënsch verstoen. Wéi kéint dann d’erschafe Wierklechkeet
d’Wierklechkeet vu sengem Schëpfer begräifen? Gott erkennen heescht also seng Eegeschafte verstoen a kennen,
awer net seng Wierklechkeet. Awer dës Erkenntnis vun den Eegeschaften ass der Faassungskraaft an der Fäegkeet
vum Mënsch ugepasst, si ass net absolutt. Wäisheet besteet doranner, d’Wierklechkeet vun de Saachen, so wéi se
sinn, entspriechend der Faassungskraaft an der Fäegkeet vum Mënsch ze erkennen. ... Alles wat mir eis iwwer Gott
virstellen ass eist mënschlecht Verstoen an d’Kraaft vum mënschleche Verstoen ëmfaasst net d’Wierklechkeet vum
gëttleche Wiesen. Alles, wat de Mënsch erkenne kann, sinn d’Eegeschafte vu Gott, deren hire Glanz an de Welten
an de Séilen erschéngen a siichtbar sinn. ... D’Wierklechkeet vu Gott kann ee mat der Sonn vergläichen. Wa mer
hiert Liicht an dës Stralen neméi hätten, géif et kee Liewen. Et ass also net méiglech d’Wierklechkeet vu Gott ze
erkennen, awer mir kënnen d’Propheten, d’Manifestatioune vu Gott erkennen, well do fanne mer déi gëttlech
Eegeschaften.
Ass dat da keng flott Invitatioun Bahâ’u’llâh, Begrënner vun der Bahâ’i Relioun, kennenzeléieren?
168 Den Dram
Sendung 168 25ten a 26te Juli 2003. Dreeme ka sécher eng vun de schéinsten Aktivitéite sinn. Komesch wat een
alles dreeme kann. Wat huet den Draam mat Relioun ze dinn?
Wat soen d’Bahâ’i Schrëften iwwer den Dram. Bahâ’u’llâh schreift: „... Wa mer iwwer iergend eng vun den
erschafene Saachen nodenken, dafanne mer honnertdausend vollkomme Wäisheeten a mir kréien onzielbaart neit
Wëssen. Eng dovunner ass den Dram. Gesitt der wéivill Geheimnisser am Dram sinn, wivill Wäisheeten dra sinn, a
wéi grouss d’Zuel vun de Welte ass, déi mer am Dram fannen. Dir schlooft an enger zouener Wunneng an awer sidd
der op eemol wäit ewech an enger Stad, wou der erakommt, ouni är Glidder ze réieren oder äre Kierper ze
gebrauchen; dir gesitt ouni Aen, héiert ouni Oueren a schwätzt ouni Zong. A vläicht kënnt et vir, dass dir zéng Joer
duerno an dëser Welt deem begéint wat dir an ärem Dram gesinn hutt.
Vill Wäisheete ginn et am Dram ... Virun allem, wat ass datfir eng Welt an där mir ouni Aen, Oueren, Hänn oder
Zong gesinn, héieren, schmaachen an upake kënnen? An dann, wéi ass et méiglech, dass sech haut an eiser Welt en
Dram verwierkiecht, deen dir vläicht virun zéng Joer gedreemt hutt? Denkt no iwwer den Ënnerscheed tëschent
lSie bedienen sich nicht der großen Gabe Gottes, der Kraft des Verstandes, Abdu'l-Baha, ANSPRACHENINPARIS
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 120 -
dëse béide Welten an iwwer d’Geheimnisser, déi doranner verbuerge leien,fir dass dir déi gëttlech Bestätegung an
himmlesch Entdeckung fannt an dass dir d’Welte vun der Hellegkeet begräift.
Gott, den Erhuewenen, huet dës Zeechen an d’Mënsche geluecht, fir dass d’Philosophen d’Geheimnisser vum
Weiderliewe net ofstreide kënnen, ... “
Weider schreift Bahâ’u’llâh: D 'Welte vu Gott sinn onbegrenzt an hirer Zuel an onendlech wäit. Kee ka se zielen
oder se erfaassen ausser Gott, den Allwëssenden, den Allwäisen. Denk un däin Zoustand am Schlof. A
Wierklechkeet soen ech der, dëse Phenomeen ass dat geheimnisvollst Zeeche vu Gott ënnert de Mënschen, wéilte se
dach nëmmen an hiren Häerzer doriwwer nodenken. Kuck, wéi dat, wats du am Dram gesinn hues, no laanger Zäit
voll verwierklecht gëtt. Wär d’Welt, wou s du dech am Dramfonnt hues, déiselwecht wéi déi Welt an där du liefs,
wier et néideg dass dëst Geschéie wat am Dram passéiert ass, an dëser Welt och am selwechte Moment passéiere
misst. Wann dat de Fall wier, hätt der et anuecht geholl. Well dat awer net de Fall ass, ass et noutgedronge sou
dass d’Welt an där s du liefs anescht an apart ass vun där, déi s du an dengem Dram erlieft hues. Dës Welt an
dengem Dram huet weder en Ufank nach en Enn. Et wär wouer wann s de behaapte géifs, dass dës Dramwelt nom
Rot vum allherrlechen an allmächtege Gott an dir selwer läit a ganz an dir opgeet. Et wär genee sou richteg ze
soen, dass däi Geescht, wann en d’Grenze vum Schlof iwwerschratt huet a sech vun allen irdesche Bindunge befräit
huet, duerch de Rot vu Gott e Räich duerchwandert, dat an der ënneschter Wierklechkeet vun dëser Welt verbuerge
läit. .. Ech soen dass d’Schëpfung vu Gott Welten niewent dëser Welt ëmfaasst a Wiesen niewent dëse Wiesen. A
jidderenger vun dëse Welten huetHie Saache veruerdnet, déi keen erfuersche kann ausser Him, ... den Allweisen.
Denkt driwwer no, wat mir iech offenbaart hunn.fir dass dir de Beweggrond vu Gott, dengem Här an den Här vun
alle Welten erkennt. An dëse Wierder sinn d’Geheimnisser vun der gëttlecher Wäisheet opbewaart 1 . “
Souwäit e puer Passagen aus de Bahâ’i Schrëften zum Thema Dreemen. Et bléift mir nach just iech merci fir
d’Nolauschteren ze soen an iech e schéine Weekend ze wënschen, an natierlech dreemt schéin.
169 Éischte Kontakt mat de Bahä’i, Deel 1/7
Sendung 169 lten August 2003. Wie sinn d’Bahâ’i a wat bewegt se? Eng nei Brochür soll e puer Froe beäntweren,
déi sech Leit no engem éischte Kontakt mat dësem Glawe stellen.
Vu jee hir waren et d’Reliounen déi déi sozial a geeschteg Impulser ginn hunn an déi d’Liewe vu ville Mënsche
verännert hunn. An dëser Ketten ass d’Bahâ’i Relioun dat jénkste Stéck a gouf virun iwwer 140 Joer vu Bahâ’u’llâh
gegrënnt. Bahâ’u’llâh gëtt de Reliounsbegrënner virun Him, déi sech a verschidden Epochen un d’Mënschheet
geriicht hunn, voll Unerkennung. An hire Léiere fënnt een ëmmer e ganze Koup vu geeschtege Wourechten;
Wourechten déi a verschidde Formen an all Relioun ëremkommen. D’Bahâ’i Relioun erweidert de Räichtum vun de
Reliounen déi existéieren mat neie Léieren. D’Zil vun der Bahâ’i Relioun ass eng geeschteg Erneierung an eng
ëmfaassend Vereenegung vun der ganzer Mënschheet. 2
Wat heescht et Bahâ’i ze sinn? Sech als Bahâ’i erklären heescht Member vun enger weltwäiter Kommunautéit ginn.
Am Mëttelpunkt vum Gemeinschaftsliewen ass d’ 19Deegfest. Dat ass am Ufank vun all Bahâ’i Mount - de Bahâ’i
Kalenner huet 19 Méint mat 19 Deeg - an huet dräi Deeler: Gebieder a Meditatioun, Berodung vun der Gemeng an
e gesellegt Zesummesinn. An der Bahâ’i Relioun gëtt et keng Geeschtlech a keng Kierch. Jidderee soll
selbststänneg no der Wourecht sichen, sech Gott zoudréien a sech fir d’Wuel vun der Mënschheet asetzen.
Bahâ’i ass jiddereen dee Bahâ’u’llâh als Gottesoffenbarer unerkennt an a senge Léieren d’Medezin fir d’Besoië vun
eiser Zäit gesäit. E Bahâ’i gëtt awer och all den anere Reliounen déi gläich Unerkennung. Sou gëtt et zum Beispill
an den Haiser vun der Andacht reegelméisseg Liesungen aus den hellege Schrëfte vun all de Reliounen.
Dat deeglecht Gebiet a reegelméissegt Studéiere vun den hellege Schrëften hëllefen eiser geeschteger Entwécklung.
Aarbecht, déi am Geescht vum Déngscht un der Mënschheet gemaach gëtt, ass gläichgesat mam Gottesdéngscht. Dës
weideren hu mer d’Gläichstellung vu Mann a Fra, eng héich Wäertschätzung vun der Famill, Offenheet a
Gaaschtfréndlechkeet, déi beschtméiglech Erzéiung fir d’Kanner an d’Bestriewen, sech weiderzeentwécklen an
d’Eenheet vun der Mënschheet ze fërderen. Relioun soll sech méi duerch Aktioune wéi duerch Wierder ausdrécken. De
Geescht vun der Léift an der Eenegkeet gëtt scho bei der Erzéiung vun de Kanner praktizéiert. Bahâ’i Kanner ginn do
och scho vertraut gemaach mat de Grondlage vun all den anere Reliounen. Mat fofzéng Joer duerfe si hir
Reliounszougehéieregkeet selwer entscheeden. Bahâ’u’llâh seet dass d’Mënschheet elo seng Maturitéit erreecht huet.
Dat heescht awer net nëmme méi Fräiheeten, mee virun allem méi Verantwortung vu jidderengem vun eis fir
d’Kommunautéit an d’ganz Mënschheet.
1 versuergt
2 BahâM, Einblicke, Broschüre
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 121 -
Bahâ’u’llâh, wat op arabesch Herrlechkeet Gottes heescht, ass d’Zentralgestalt vun der Bahâ’i Relioun. Seng Unhänger
gesinn an him en Erneierer vun der éiweger Relioun vu Gott. Bahâ’u’llâh selwer vergläicht d’Reliounstëfter mat der
Sonn vun der Wourecht, déi a gréisseren Zäitofschnëtter ëmmer nees nei opgeet. De Mënsche fallt et oft net liicht, sech
der neier verkënnegter Wourecht opzeman an hiren iwwerliwwerte Glawen an engem neie Liicht ze gesinn. Nodeems
Bahâ’u’llâh am Joer 1863 seng vum Islam onofhängeg nei Relioun ëffentlech verkënnegt hat, gouf hien no Akka bei
Haifa an Israel verbannt, wou Hie bis zu sengem Doud am Joer 1892 gelieft huet.
170 Éischte Kontakt mat de Bahä’I, Bahä'u'llâh, Deel 2/7
Bahâ’u’llâh gouf den 12ten November 1817 a Persie gebuer. Hie staamt aus enger adleger Famill, déi bis op déi
grouss alpersesch Dynastien zréckgeet. Schonn a jonke Joeren huet en sech enger messianescher Beweegung am
deemolege Persien ugeschloss, enger Beweegung, déi 1844 vun engem jonke Mann man Numm Bâb, wat op
arabesch eng Dier heescht, ugefouert gouf an déi d’Komme vun engem neien Zäitalter erwaart hunn. Dës
ErneierungsBeweegung an der deemoleger islamescher Welt war vergläichbar mat den Templeren an den
Adventisten am Westen, déi zur gläicher Zäit d’Zréckkomme vu Christus erwaart hunn. All d’Beméiunge vun der
Regierung an der Geeschtlechkeet vu sengem Gebuertsland, hien a säi Message ze ënnerdrécken, waren ëmsoss. Säi
Glawen huet sech uechtert d’ganz Welt verbreet. Haut ginn et iwwer sechs Millioune Mënschen aus
ënnerschiddlechster reliéiser, ethnescher, sozialer a kultureller Hierkonft, déi sech zu Bahâ’u’llâh bekennen.
A senge Schrëfte verkënnegt Bahâ’u’llâh de Message vun engem Zäitalter wou d’Maturitéit vun der ganzer
Mënschheet ufänkt an en dauerhaften, weltwäite Fridden. Zu den hellege Schrëfte gehéieren och d’Wierder vum
Abdu'l-Bahâ, dem Jong vu Bahâ’u’llâh. Hie war dozou autoriséiert, d’Léiere vu sengem Papp ze erklären an ze
beschreiwen. Dës weidere gehéieren och d’Schrëfte vum Bâb, dem Virleefer vu Bahâ’u’llâh, zu den hellege
Schrëften.
Bahâ’u’llâh schreift: „Ksngem Mënsch ass et méiglech, d’Küste vun den Ozeaner vum richtegen Erkennen ze
erreechen, ier e sech net fräigemaach huet vun allem wat am Himmel an op der Âerd ass. “
Bahâ’u’llâh verkënnegt dass all Relioun d’Mënschheetsentwécklung ëm en néidege Schrëtt weiderféiert.
D’Mënschheet muss haut - bei aller Verschiddenheet vun Natioun, Relioun, ethnescher oder sozialer Hierkonft - zu
engem Organismus zesummewuessen, wa se iwwerliewe wëll. Eenheet an der Villfalt ass déi geeschteg Richtung
déi mer mussen huelen. Ënnerscheeder vun de Vëlker an de Kulture sollen als Räichtum bäibehale ginn. Eenheet
heescht, dass mer an alle wichtegen Ugeleeënheeten eng gemeinsam Siicht an Handlungsweis entwécklen.
Bahâ’u’llâh léiert: D’Eenheet vu Gott. Et gëtt nëmmen ee Gott, dee sech der Mënschheet, am Verlaf vun der
Geschicht ënnert verschiddene Nimm offenbaart huet. D’Eenheet vun de Reliounen. Well et jo nëmmen ee Gott
gëtt, kann et keng wierklech trennend Ënnerscheeder tëschent de verschidde Relioune ginn. Den Haaptzweck vun
der Relioun ass et, Léift an Eenegkeet ze fërderen. Deemno ass et besser keng Relioun ze hunn, wéi eng, déi zu
Mëssel a Sträit féiert. Relioun brauch, a gréisseren Zäitofschnëtter eng Emeierung an dofir huet Gott sech am Laf
vun der Mënschheetsgeschicht ëmmer nees offenbaart. D’Eenheet vun der Mënschheet. All d’Mënsche vun dëser
Äerd gehéieren enger Famill un. D’Verkënnegung vun dëser Léier, zesumme mat enger globaler Weltuerdnung war
zu Liefzäite Bahâ’u’llâh’s total revolutionär an net vill Mënschen hunn dat begraff. Virgesi waren do scho
Steierungsmechanisme fir d’Wirtschaft, d’Ressourcë vun der Äerd an d’Erhalung vum Fridden.
Bahâ’u’llâh seet: „D'Prophéite vu Gott sollten als Dokteren ugesi ginn an hir Aufgab soll et sinn, d’Wuelergi vun
der Welt an hire Vëlker ze fërderen, fir dass si duerch de Geescht vun der Eenheet d Krankheet vun enger
gespléckter Mënschheet heele kënnen. “
171 Éischte Kontakt mat de Bahä’I, Glawen a Verstand, Deel 3/7
De Schlëssel zum wierkleche Liewe läit an eiser geeschteger Natur an an der Onstierflechkeet vun der Séil. An
dësem Liewe schaffe mer un dëse geeschtegen Eegeschafte, wéi zum Beispill Léift, Wourecht, Demut, Eenegkeet,
Gerechtegkeet a Gott erkennen. Si all ginn eis Liicht a Féierung fir eis Entwécklung. D’Weiderliewe vun der Séil
nom Doud heescht dass d’Séil sech an Etappe weiderentwéckelt an dat duerch déi verschidde geeschteg Welte Gott
méi no kënnt; e Prozess vun deem keen ausgeschloss ass.
Mir liewen an enger Zäit vou de Fortschrëtt vun der Technik an der Kommunikatioun sech ëmmer méi schnell
weiderentwéckelt. Dobäi kënnt déi geeschteg-spirituell Entwécklung ze kuerz. An awer si vill Mënschen op der
Sich no engem méi déiwe Sënn an hirem Liewen. Bahâ’u’llâh hätt gär dass mer selbstänneg no der Wourecht
fuerschen an eis fräimaache vu blanner Imitatioun oder reliéise Virurteeler.
D’Wuert vu Gott, datt mer an de Schrëfte vu Bahâ’u’llâh fannen, hëlleft eis zu ëmmer nees méi déiwen Asiichten an
de Sënn vum Liewen. Et ass eng geeschteg Kraaftquell, déi jidderengem opsteet a wou ee sech nei Welte vu
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 122 -
Verstoen an Handelen opmaache kann. Sech ëmmer nees beméien, seng Virurteeler bei aneren ze erkennen a sech
bei anere Mënschen op dat Gutt a Positift ze kucken, gehéiert zum praktesche Wee vun eiser Vergeeschtegung. Gott
huet de Mënsch erschaf als Ausdrock vun der Léift fir Seng Schëpfiing. Hien ze erkennen a gär ze hunn ass dem
Mënsch säin héichst Zil. Wierklech Mënschsinn bedeit, dass d’Léift fir Gott an den Déngscht un der Mënschheet
ëmmer méi zum Mëttelpunkt vun eisem Liewe gëtt.
„Betruecht de Mënsch als e Biergwierk, räich un Eedelsteng vun onschätzbarem Wäert. Nëmmen d’Erzéiung bréngt
et fäerdeg dës Eedelsteng an Diamanten am Mënsch ze fannen an ze entdecken, sou dass och d’ganz Mënschheet
domat eppes kann ufänken. “
Der Relioun blann vertrauen ass genee sou geféierlech wéi der Wëssenschaft blann vertrauen. Wierklech Relioun
ass eng Luucht fir d’Wëssenschaft a gëtt hir déi néideg ethesch Repèren. Dat spillt eng wichteg Roll an enger Welt
an där d’Versuchung grouss ass, alles wëssenschaftlech an technesch Machbares an d’Realitéit ëmzesetzen.
No de Léiere Bahâ’u’llâh’s ass wierklech Relioun duerchaus eens mat der Vernonft an der Wëssenschaft. Mir
fannen de Schlëssel dofir, wa mer bereet sinn, bestëmmten Aussoe vun den hellege Schrëften net wuertwiertlech ze
huelen, mee se symbolesch ze deiten. Begrëffer wéi Paradis, Hell, Erëmkommen, dat jénkst Geriicht, Operstéiung
an anerer gehéieren enger Billersprooch un, déi fréier ganz dacks benotzt goufen, fir geeschteg Wourechte
verständlech ze man. De Gottesbegrëff vun der Bahâ’i Relioun seet dass Gott d’Welt erschaf huet, déi weder en
Ufank nach en Enn huet. D’Bahâ’i gleewen och un d’Evolutioun, déi awer net engem blannen Zoufall no besteet
mee um Wee ass no engem méi héijen Zil. Gott ass ewech vun der erschafener Welt a sengem Wiese no fir eis net
erkennbar. Mee mir kënnen awer an eisem Liewen eng ënner Gewëssheet kréien, dass et Gott gëtt. Dës Gewëssheet
an eist Beméien, dat wat mer maachen duemo ze riichten, ass wierkleche Glawen.
„Relioun a Wëssenschaft sinn déi zwee Flilleken op deene sech d’mënschlech Geeschteskraaft an d’Luucht erhiewe
kann a mat deenen d’mënschlech Séil Fortschrëtter maache kann. Mat engem Flillek eleng kann een onméiglech
fléien. Wann ee probéiere wéilt, nëmme mam Flillek vun der Relioun ze fléien, da géif ee séier an de Bulli vum
Awerglawe fallen; an anerersäits géif ee mam Flillek vun der Wëssenschaft eleng och net weiderkommen, mee an
den hoffnungslose Sumpf vum Materialissem falen. 1
172 Éischte Kontakt mat de Bahä’i, Gebiet a Meditatioun, Deel 4/7
D’Gebiet ass eng Lieder zu Gott. An den hellege Schrëfte vun der Bahâ’i Relioun fënnt een eng räich Auswiel vu
Gebieder zu verschiddene Geleeënheeten an Uläss. Am Gebiet dréine mer eis zu Gott oder sengem Offenbarer a
biede fir geeschteg Kraaft a Féiemng fir eis selwer, aner Mënschen oder d’ganz Mënschheet.
Bieden a Meditéiere sinn eis geeschteg Nahmng ob déi mer net verzichte kënnen. Geneesou ass d’Soe vun engem
deegleche Gebiet eent vun de Geboter vu Bahâ’u’llâh. Vun dësen dräi verschiddene Gebieder kann eent gewielt
ginn. Eent dovunner ass dat hei:
„Ech bezeien o mäi Gott, dass du mech erschafhues, fir Dech ze erkennen an Dech unzebieden. Ech bezeien an
dësem Abléck meng Schwächt an Deng Muecht, meng Aarmut an Däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser Dir,
deen deen hëlleft a Gefor, deen deen duerch sech selwer ass. “
An den Haiser vun der Andacht gi Gebieder an Texter aus den hellege Schrëfte vun alle Relioune gelies oder
gesongen, niewent de Bahâ’i Schrëften och aus dem Alen an Neien Testament, dem Koran, der Bhagavadgita oder
dem Pali-Kanon. D’Bahâ’i Haiser vun der Andacht hunn all, architektonesch gesinn, eppes gemeinsam: Si hunn all
néng Entréeën an eng zentral Kuppel als Zeeche vun der geeschteger Eenheet vun de Reliounen an der Mënschheet.
Déi néng Agäng symboliséieren d’Ouverture fir all d’Reliounen an hir Unhänger. Zur Zäit gëtt et op all Kontinent
en Haus vun der Andacht, fir Europa ass dat bei Frankfürt. An Zukunft sollen an all Uertschaft Häiser vun der
Andacht gebaut ginn. Si wäerte vu sozialen Ariichtungen ëmgi sinn, déi de Weisen, Kranken an Alen awer och der
Erzéiung an der Wëssenschaft gewidmet sinn.
Ofschléissend dësen Opruff vu Bahâ’u’llâh wéi mer solle sinn: „Am Gléck gëff mat an am Ongléck sief dankbar.
Sief d’Vertraue vun dengem Noper wäert, a kuck op hie mat hellen a frëndlechen Aen. Sief e Schatz fir deen
Aarmen, eng Ântwert op deen, deen no Ilëllef jäitzt an hal däi Verspriechen helleg. Sief gerecht an dengem Urteel a
gëffUecht wann s de schwätz. Sief ongerecht zu kengem Mënsch, a géi mat jidderengem duuss ëm. Sief wéi eng
Luuchtfir déi, déi an der Däischtert ginn, eng Freedfir deen, dee Misär lmet, e Mierfir den Duuschteregen, e
Beschützer fir dee Bedrängten, eng Stäip an e Verdeedeger fir d’Affer vun Ënnerdréckung. Dass alles dat, wat s de
méchs, sech duerch Integritéit an Oprichtegkeet auszeechent. Sief en Heemfir de Friemen, e Balsamfir deen dee
leid, dem Flüchtling e staarken Tuerm. Sief d’Ae fir de Blannen an eng Luucht déi féiert fir deen deen de Wee net
1 Abdu ’l-Baha
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 123 -
weess. Sief e Bijou vun der Wourecht, eng Krounfir d’Stir vun der Trei, e Pillier vum Tempel vun der
Rechtschafenheet, e Liewenshauch fir de Kierper vun der Mënschheet, ... en Himmelsliicht um Horizont vun der
Dugend, den Da fir de Buedem vum mënschlechen Häerz, eng Arch um Mier vun der Erkenntnis, eng Sonn am
Himmel vun der Guttheet, e Steen am Diadem vun der Wäisheet, e stralend Liicht um Firmament vun dengen
Zäitgenossen an eng Fruucht um Bam vun der Bescheidenheet. “
173 Éischte Kontakt mat de Bahä’i, Berodung, Deel 5/7
Wie sinn d’Bahâ’i a wat bewegt se? Eng nei Broschür soll e puer Froe beäntweren, déi sech Leit no engem éischte
Kontakt mat dësem Glawe stellen. Dëse fënneften Deel huet als Thema d’Berodung an der Gemeinschaft.
D’Bahâ’i Berodung ass e praktesche Wee, ëmmer da wann e Gremium oder eng Grupp vu Leit eng Entscheedung
sichen. Bei dëser Manéier fir eng Entscheedung ze treffen ass d’kreatiivt Matmaache vu jidderengem wichteg an
och en héije Grad vu Gemeinsamkeet an Eenegkeet. Eng Berodung gëtt am Geescht vum Gebiet ugefaangen a soll
hëllefen, aus allen Iddien a Virschléi zesummen déi optimal Léisung auszeschaffen.
D’Bahâ’i Communautéit an hiren Opbau ginn an de Grondzich op Bahâ’u’llâh selwer zréck. Am Plaz vun de
Paschtéier an dem Klerus - wéi an de fréiere Reliounen - sinn et gewielte Gremien, déi fir d’Uleië vun der Gemeng
verantwortlech sinn. An dëse Gremien an an de reegelméissegen 19Deeg Fester, gëtt d’Bahâ’i Berodung
praktizéiert. Et ginn do keng Parteien a Fraktiounen, keng präparéiert Entscheedungen iwwer déi nëmmen nach
ofgestëmmt gëtt. Vill méi gëtt jidderee sech méi, aus dem Zesummentreffe vun de verschidde Meenungen
d’Wourecht ze fannen. Am Geescht vun der Eenegkeet ginn déi getraffe Mehrheetsentscheedunge vu jidderengem
voll ënnerstëtzt. Zu den Themaë vun der Berodung zielen niewent der Gestaltung vun de reegelméissege
Gemengeversammlungen - dat sinn 19Deeg Fester an d’Bahâ’i Feierdeeg - och d’Kannererzéiung, Koordinatioun
an d’Verdéiwung vun der Gemeng an dat ëffentlecht a soziaalt Engagement am Geescht vun de Bahâ’i Léieren.
D’Bahâ’i Wale sinn demokratesch, awer et gëtt keng Walpropaganda oder eng Kandidatur. Nëmmen déi perséinlech
Eegeschaften zielen. No dësem Prinzip gëtt an all Uertschaft all Joer e Geeschtege Rot als Féierungsgremium
gewielt. An all Land en Nationale Rot. Fir d’ganz Bahâ’i Welt gëtt all fënnef Joer d’Universaalt Haus vun der
Gerechtegkeet gewielt, mat hirem Sëtz um Bierg Karmel zu Haifa an Israel.
Bahâ’u’llâh seet: „D’Gedanke sinn onendlech, sou wéi d’Mier. Eréischt wann d’Mier wot, ginn d’Wellen méi
grouss an droen d’Perele vun der Erkenntnis un d’Ufer vum Liewen. “
'Abdu'l-Bahâ seet: „ Och wann der Mënsche begéint, déi anerer Meenung si wéi dir selwer, dréit iech net of vun
hinnen; jidderee sicht d’Wourecht, an et gitt viüerlee Weeër, déi zur Wourechtféieren. Wourecht ka verschidden
erschéngen, mee si bleift ëmmer eng an déiselwecht. “
„Den Haaptzweck, deen de Glawe Gottes a seng Relioun beséilt“ schreift Bahâ’u’llâh, „ass d’Wuel vum
Mënschegeschlecht ze sécheren, seng Eenheet ze fërderen an de Geescht vun der Léift an der Verbonnenheet ënnert
de Mënschen ze fleegen. Loosst se net zur Quell vun Oneenhegkeet a Sträit, zum Haass an zur Feindschaft ginn. “
Souwäit zu dëser neier däitscher Broschüre iwwer de Glawen. Dir fannt och vill nëtzlech Informatiounen um
Intemet, an dat op der däitscher Säit ënnert www.bahai.de . De Radio ARA Nolauschterer wënschen ech e schéine
Weekend a bis d’nächst Woch.
174 Éischte Kontakt mat de Bahä’I, Entwécklungsperspektiven, Deel 6/7
Wie sinn d’Bahâ’i a wat bewegt se? Eng nei Broschür soll e puer Froe beäntweren, déi sech Leit no engem éischte
Kontakt mat dësem Glawe stellen. Dëse sechsten Deel huet als Thema d’Entwécklungsperspektive vun der
Mënschheet.
Mam Zesummewuesse vun de Vëlker vun der Äerd huet d’Geschicht vun der Mënschheet, déi Baha’u’llah
virausgesinn huet, als d’Geschicht vun engem Vollek ugefaangen. D’Tatsaach, dass een nach ganz oft d’Welt an
zwee Deeler deelt; deen Deel deen entwéckelt ass, an deen Deel dee sech entwéckelt, ass op kee Fall eppes wat vu
Gott kënnt. Genausou wéineg d’Tatsaach, dass ee klengen Deel vun der Mënschheet en onwahrscheinleche
Räichtum opkéipt. An de Léiere vu Baha’u’llah fënnt een e Wee, iwwer deen d’ganz Weltbevëlkemng
d’Responsabilitéit fir hiert gemeinsamt Schicksal iwwerhëlt. Den zentrale Gedanke vun dësem Wee ass de Fait dass
mer eis méi a méi bewosst ginn, dass d’Mënschheet eng Eenheet ass.
Déi haiteg Gesellschaft a Politik sinn awer nach wäit vun dësem Wee eweg. Vimn honnert Joer schonn huet
Baha’u’llah, d’Welt mam mënschleche Kierper verglach. All Zellen droen an hirer Villfalt zum gudde
Fo nk tionnement an Zesummeschaffe vum Ganze bäi. Mir befannen eis eréischt ganz am Ufank vun dësem
Entwécklungsprozess, an dat verlaangt vun eis en Ëmdenken an en Ëmléieren a ville Beräicher. De Léiere
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 124 -
Baha’u’llah no, sti mir am Ufank vum Erwuessesinn vun der Mënschheet; an enger Welt wou Krich als e Geschir
vun der Politik fir ëmmer wäert ofgeschaf ginn.
D’Weltuerdnung déi Baha’u’llah verkënnegt huet, ass eppes Neies fir déi ganz Reliounsgeschicht. Virgesi si global
Steiereungsmechanisme wéi e Weltparlament, e Weltschiedsgeriichtshaf an eng Weltgouvernance, déi vun der
ganzer Mënschheet gedroe ginn. Dass esou eng nei Weltuerdnung dréngend néideg ass weist déi dramatesch
Entwécklung vun de leschte Joere zu ëmmer méi Globaliséierung an de Beräicher Wirtschaft a Kommunikatioun.
Op länger Zäit gesinn, wäerten d’Friichten dovunner sozial Gerechtegkeet fir jidderee sinn, an en dauerhafte
Weltfridden.
Als netstaatlech Organisatioun vun de Vereenten Natiounen ënnerstëtzt d’intemational Bahâ’i communautéit zënter
1948 hir Ziler, sou zum Beispill d’Mënscherechter, Ofrüstung, Entwécklung a Fridden, Ëmwelt, Drogebekämpfung,
Gläichberechtegung vun de Fraen an d’Besäitegung vu Rassendiskriminéiemng.
A speziell haut wëll ech iech net nëmmen e schéine Weekend wënsche, mee ech wëll iech gesinn, an zwar dëse
Sonndeg vu moies 11 bis owes 6 si mir zu Huelmes, also Hollenfels am Schlass fir e grousst Fest vun der Freed a
vir mäi Gebuertsdag, dat huet sech esou erginn. Et erwaart iech um 11 Auer e klengen ekologeschen Tour duerch de
Bësch, Barbecue de ganzen Dag iwwer, Spiller fir d’Kanner, Live Musek mat e puer Iwwerraschungen, Bauchdanz,
eng Oasis de Paix. An den Erléis vum ganzen Dag ass fir zwou ONGen, d’Unity Foundation, en Erzéiungsprojet fir
Kanner zu Sumatra an Indonesien an d’Tarbiat Associatioun, en Erzéiungsprojet a Costa Rica. Also mir gesinn eis e
Sonndeg vun 11 bis 6 zu Huelmes, bei Koplescht fir e flotten Dag fir d’ganz Famill.
175 Éischte Kontakt mat de Bahä’I, d’Geschicht, Deel 7/7
Wie sinn d’Bahâ’i a wat bewegt se? Eng nei Broschür soll e puer Froe beäntweren, déi sech Leit no engem éischte
Kontakt mat dësem Glawe stellen. Dëse leschten Deel befaasst sech mat der Bahâ’i Geschicht.
Den eigentlechen Ufank vun der Bahâ’i Geschicht, an och den Ufank vum Bahâ’i Kalenner geet op d’Joer 1844
zréck. An der persescher Stad Shiras hat de Bâb, also de Virleefer vu Bahâ’u’llâh, verkënnegt, dass d’Mënschheet
am Ufank vun engem neien Zäitalter stéing. Deen am Islam awer och am Juddentum a Chrëschtentum
ugekënnegten Dag vu Gott wier elo komm. Zugläicherzäit huet E verkënnegt, dass sech Bahâ’u’llâh elo gläich géif
mat engem Message un d’ganz Mënschheet riichten.
Deen immensen Ulaf, deen dës Beweegung ënner Theologiestudenten, Geléierten an der breeder Bevëlkerung vu
Persie fonnt huet, huet hefteg Opposition a grausam Verfollegunge vu Säite vun der islamescher Geeschtlechkeet an
de weltleche Leaderen erbäigeruff. De Bâb gouf 1850 ëffentlech higeriicht an Dausende vu sengen Unhänger hunn
hiert d’Liewen als Martyrer verluer. Bahâ’u’llâh huet fir d’éischt zu den Unhänger vum Bâb gehéiert, bis hien 1853
- a schonn a Gefaangeschaft - duerch eng Visioun seng Beruffung als dee vum Bâb ugekënnegten Erneierer vun all
de Relioune bis haut, gewuer gouf. Hie gouf aus sengem Gebuertsland verbannt, iwwer Bagdad bis an
d’Festungsstad Akkâ bei Haifa. Do war E bis zu sengem Doud am Joer 1892 a Prisonéier.
Säi Jong 'Abdu'l-Bahâ, dee vun 1844 bis 1921 gelieft huet, war zu Liefzäiten sengem Papp seng riets Hand. Sou
huet Bahâ’u’llâh Hien och a sengem Testament zum Ausleeër vu senge Schrëfte gemaach. 'Abdu'l-Bahâ ass fir
d’Bahâ’i e Virbild. Vun 1911 bis 1913 huet hien duerch seng Reesen d’Bahâ’i Relioun an Europa an an Amerika
bekannt gemaach. Sou koum hien zum Beispill och op Suttgart, London a Paräis. Vun 1921 bis 1957 huet säin
Enkel Shoghi Effendi d’Geschécker vum Glawe geleet, e Glawen dee sech an där Zäit iwwer vill Länner verbreet
huet. Zënter 1963 steet d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet un der Spëtzt vun der Weltgemeng, mat am
Moment iwwer 6 Milliounen Unhänger, 182 nationalen an iwwer 12000 lokale geeschtege Réit.
Souwäit zu dëser neier däitscher Broschüre iwwer de Glawen. Dir fannt och vill nëtzlech Informatiounen um
Intemet, an dat op der däitscher Säit ënnert www.bahai.de . De Radio ARA Nolauschterer wënschen ech e schéine
Weekend a bis d’nächst Woch.
176 Kannerklassen am Norde vum Land
Sendung 176. Elo ass et nees gläich souwäit. Déi meescht sinn aus der Vakanz erëm, oder ware guer net fort, bei
deem Wieder; D’Kanner, zesumme mat den Eltere freeë sech nees op d’Schoul, enfm, meeschtens. D’Bahâ’i Klasse
fir Kanner a Jugendlecher aus dem Norden hunn dëst Joer fir d’éischt eng flott informativ Brochür erausginn. Hir
Klasse fänken e Samschdeg, 20te September zu Mertzeg un, an dann all 2 Wochen, ofwiesselnd zu Mertzeg an zu
Viichten. Opgepasst, dës Klasse si fir all Kand aus dem Norden.
Firwat soll mäi Kand un sou enger Klass deelhuelen? Wëllt hat sech aktiv un der Integratioun an der Toleranz
bedeelegen? Wie sinn déi aner? Hir Ënnerscheeder verstoen. Wat ass eise Programm an eis Methodologie ?
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 125 -
D’Geschicht vun all de grousse Reliounen. D’Gebiet, d’Meditatioun an d’Liese vun den hellegen Texter. Seng
perséinlech Fäegkeeten entfalen; onofhängeg d’Wourecht sichen; léieren zesummen ze wuessen an zesummen ze
schaffen; Erzéiung zur Berodung; kënschtleresch, kreatif a sportlech Aktivitéiten.
Mat der Pedagogie vun der aktiver Klass gi mer vum Interessen an der Kapazitéit vum Kand aus. Eis Aktivitéiten
entwéckle sech ronderëm dat wat d’Kand an de Jugendlechen interesséieren a ronderëm d’Joreszäit.
« Kanner kann ee mat enger jonker, zaarter Planz vergläichen. Si wuessen an déi Riichtung déi dir hinne gitt. Gitt
iech déi gréisste Méi, hinnen nobel Idealer an héich Ziler bäizebréngen, sou dass si, wa se erwuesse sinn, hir
Stralen duerch d’Welt projetéiere kënnen, sou wéi hell a kloer Luuchten.» aus de Bahâ’i Schrëften
Fir wie sinn dës Klassen? Fir Kanner vu méi oder wéineger 3 bis 13 Joer, egal aus wéi enger Kultur oder Relioun
oder ouni Relioun si och kommen.
D’Personal: D’Madame Veronika Blockhuys, Léierin a graduéiert Educatrice an der Formatioun, an d’Madame
Margot Molitor, an hir Equippe. Wou? Zu Mertzig an zu Viichten. Wéi oft sinn d’Klassen? D’Klasse fänken de
Samschdeg, 20te September 2003 um 5 Auer un, an dat all zweete Samschdeg. D’Ofschlossfeier mat der
Diplomiwwerreechung ass den lOte Juli 2004. Bis zu 15 Kanner kënne matmaachen. Wéi kann ech als Eltrendeel
matmaachen a mathëllefen? Meng Bedeelegung kann sech op verschidde Manéieren ausdrécken: kulturell, zum
Beispill en Danz aus mengem Land mat der Klass léieren, reliéis, wéi feiert dir reliéis Fester, artistesch, kulinaresch,
a sou weider. Aschreiwung ass d’ganzt Joer méiglech. Numm a Vimumm vum Kand oder Jugendlechen,
Gebuertsdatum, Mammesprooch, souwéi d’Adress an Telefon vun den Eltren. Kommt eis onverbindlech den 20te
September 2003 besichen.
Dës Klasse si vum Bahâ’i Gmpp aus dem Norden organiséert: Gilles a Margot Molitor, Tél: 26910059 jumo@pt.lu ,
Thierry a Veronika Blockhuys, Tél: 889275 thierryb@pt.lu . D’Klasse ginn ënnerstëtzt vum Nationale Geeschtege
Rot vun de Bahâ’i vu Lëtzebuerg, www.bahai.lu .
« Ech wënsche mer dass der glécklech sidd, ... dass der laacht, dass der straalt an dass der frou sidd,fir dass aner
kënnen duerch iechfrou ginn. » aus de Bahâ’i Schrëften.
Wat déi aner Bahâ’i Klassen am Land ugeet, sou mfft der am beschten am Bahâ’i Zenter an der Stad un, an dat um
44 22 20. D’Bahâ’i Gemeng zu Lëtzebuerg organiséiert dës Saison eng ganz Réi vun Aktivitéite fir jiddereen dee
sech un enger besserer Welt interesséiert. Dorënner fannt dir Gebiets a Meditatiounsowenter aus den hellege
Schrëfte vun all de grousse Reliounen. Sechs Informatiounsowenter iwwer d’Geschicht, d’Prinzipien an d’Léiere
vum Bahâ’i Glawen, Studiekreesser iwwer d’Entwécklung vum Mënsch a sengem geeschtege Liewen. Interessant
ass e Seminaire mam franséischen Titel: A AILES EGALES, iwwer d’Bezéiungen tëschent Mann a Fra an der
Koppel an dem Familljeliewen. Donieft hutt der d’Méiglechkeet un themateschen Owender iwwer d’Wäerter an der
Kannererzéiung deelzehuelen. Wann dat eent oder dat anert iech usprécht, da kënnt dir natierlech dem Radio ARA
direkt uruffen, um 22 22 89, am Bahâ’i Zenter um 44 22 20 oder um Intemet ënnert www.bahai.lu . Alles Guddes, e
schéine Weekend a bis d’nächst Woch wënscht iech äre Jean-Marie.
177 Internationalen Dag vum Fridden
Sendung 177. Dëse Sonndeg ass intemationalen Dag vum Fridden. Samschdes mëttes vun 3 bis 7 um Knuedler ginn
et eng ganz Rei vu Manifestatiounen a Stänn zum Thema Fridden an Non-Violence. Ënnert deenen 21
Organisatiounen déi matmaache fannt dir d’Caritas an hir Cellule Friddensfërdemng, Jugend fir Fridden a
Gerechtegkeet, d’Primärschoul « am Päsch » vu Rodange, den CPOS, de Centre de Médiation, Peace Factory an
och d’Bahâ’igemeng. Dëse Weekend vum Fridde ass ënnert dem Patronage vun eiser Grand-Duchesse Maria
Theresa, a gëtt ënnerstëtzt vum Ausseministerium an der Stad Lëtzebuerg. Sonndës geet et weider am Centre
Culturel zu Bouneweg mat Gebieder fir de Fridden an dem Thema: Fir de Fridden handelen. Niewent de Gebieder,
Lidder an Uriede vun de verschidde reliéise Vertrieder kritt dir och e Frëndschaftsglieschen offréiert. Dat also e
Sonndeg um 5 am Centre Culturel zu Bouneweg.
« De Fridden ass Luucht, de Krich dogéint d’Däischtert. De Fridden ass d’Liewen, de Krich den Doud. De Fridden
weist de Wee, de Krich de Feeler. De Fridden ass d’Erliichtung vun der Welt vun der Mënschheet, de Krich ass den
Zerstéierer vun de mënschleche Fondatiounen. » 1
Fridde kann een net einfach virschreiwen, Fridden ass Prozess. De Verstand an d’Häerz vu ville mussen seche
änneren, Häerzer déi Jorhonnerte vu Kricher a Gewalt mat der Iddi geprägt hunn dass de Mënsch e wëllt Déier ass.
D’Zukunft hängt vun eisem Wëllen of, wierklech eppes anescht ze man, vun eisem Wëlle mat der Kultur vun der
Gewalt opzehalen. Mat deem Zil am Kapp, huet Generalversammlung vun de Vereenten Natioune vun 2000 bis
lAbdu'l-Baha, Les bases de l'unite du monde
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 126 -
2010 d’Jorzéngt vum Fridden an der Non-Violence emannt. Un dëser Konstruktioun vum Fridden sinn d’Bahâ’i
d’Welt iwwer stänneg amgaang ze schaffen, an dat zënter méi wéi 150 Joer. D’Inspiratioun dofir hu si an de Léiere
vun hirem Glawe fonnt. D’Bahâ’i Schrëfte soen: « Dass jidderee sech vun iech beméit, all seng Gedanken a säin
Häerz der Léift an der Eenheet ze riichten. Dass der engem Krichsgedanke méi e staarke Gedanke vu Fridden
entgéintsetzt. E Gedanke vun Haass muss zerstéiert ginn duerch e méi staarke Gedanke vu Léift. D 'Krichsgedanken
zerstéieren all Harmonie, dass een sech gutt fillt, all Rou an all Satisfaktioun. D ’Gedanke vun der Léift schafe
Bridderlechkeet, Fridden, Frëndschaft a Gléck.» 1
Dat do war vläicht eng Kéier e geckegen Dram, eng Utopie. Haut ass et dat wat déi meeschte Leit ustriewen.
Et brauch een e ganze Koup Courage fir sech fir de Fridden anzesetzen. E Glawen dass Fridden och de Plang vu
Gott ass an dass en eis dobäi hëlleft. Fir de Fridde schaffe kënne mer nëmme wa mer zur fester Iwwerzeegung
kommen dass de Mënsch net e wëllt Déier ass mee am Fong gutt ass.
An de Bahâ’i Schrëfte seet Gott dem Mënsch : « Ech hu meng Léiftfir dech kannt, dofir hunn dech dech erschaf. ...
Du bass meng Luucht, a mäi Liicht ass an dir. Ech hunn dech räich erschaf an dir hunn ech meng Gonscht ginn. ...
Dir sidd meng Schätz an an iech hunn ech d’Pärele vu menge Geheimnisser an d’Bijouë vu mengem Wësse
verbuergen. »
Mee dës Schéinhéit an dëse Räichtum, déi am Mënsch leien, si potentiell a jidderengem. Nëmmen d’Erzéiung
bréngt et fäerdeg dës Eedelsteng am Mënsch zum Virschäin ze bréngen.
An et ass do wou d’Reliounen hire Sënn fannen : si bréngen dem Mënsch dës Erzéiung, déi et him erlaben, déi gutt
Dugenden an him ze entwécklen. An deem aneren och e Stéck vu Gott ze gesinn. D’Verantwortung an d’Aufgab
vun de Reliéise läit doranner eis kloer ze man, dass eis Ënnerscheeder eise Räichtum sinn an eng wonnerbar
Geleeënheet eis besser kennenzeléieren. Rassissmuss ass keng Meenung mee e Verbriechen.
Mee och d’reliéis Virurteeler bleiwe leider weiderhi bestoen, fest verankert, an dat duerch den Usproch un
d’Exklusivitéit, dass dës oder déi Relioun déi eenzeg richteg ass, déi eenzeg Wourecht huet.
Dobäi fanne mer an de Bahâ’i Schrëften dass « d’fundementaalt Zil vum Glawe vu Gott a senger Relioun doranner
läit, d’Interesse vun der mënschlecher Rass ze schiitzen, seng Eenheet ze etabléieren, an ënnert de Mënschen de
Geescht vun der Léift an der Bridderlechkeet ze entwécklen. Hitt iech dovun dass dëse Glawen ënnert iech d’Quell
vun Onstëmmegkeet a Sträit gëtt, vun Haass a Feindschaft. Dat ass de Wee deen dir goe musst, déi onbeweglech
Fondatioun, op där dir baue musst. ... Haalt iech un deem fest, wat iech een deen anere méi no bréngt an iech
eenegt.»
Wéi kann een de Fridde bauen, wann een net voll a ganz ageholl ass vum Prinzip vun der Eenheet ? „D ’Wuelergoe
vun der Mënschheet, hire Fridden an hir Sécherheet kënne ni erreecht ginn, wann hir Eenheet net fest etabléiert
ass. “ Dësen Appel fir d’Eenheet ass keen Appell fir d’Uniformitét oder eng Opfuederung säi Glawen opzeginn. Et
ass d’Unerkennung, dat, wat ëmmer och eis Ënnerscheeder sinn, dass mir all eis geeschteg Inspiratioun vun enger
an därselwechter Quell kréien. D’Relioune sinn all déi verschidden Expressioune vun därselwechter gëttlecher
Realitéit.
Souwäit zu dësem intemationale Friddensdag dëse Weekend. Iech Radio ARA Nolauschterer alles Gudds a bis
d’nächst Woch. Äre Jean-Marie.
178 Presentatioun vum Film: Prendre de l’élan
Sendung 178. Prendre de l’élan, en neie Film iwwer d’Bahâ’i Aktivitéiten uechter d’Welt. En neie Film iwwer de
Bahâ’i Glawen ass eraus: Prendre de l’élan. Grond fir dës Produktioun vu 46 Minutten ass déi néngt intemational
Konventioun an Israel gewiescht, wou all fënnef Joer, den héchste Bahâ’i Gremium demokratesch gewielt gëtt. Dir
kritt dës Cassette am einfachsten iwwer de Bahâ’I Zenter an der Stad a fir eis Radio ARA Nolauschterer hu mir haut
zwou Vidéoen ze verschenken. An dat op normal Videoskassette oder op DVD-CD.
Dëse Film vermëttelt e Bild wat d’Bahâ’i uechter d’Welt alles maachen, wéi se sech konkret engagéieren a wat
hiren Alldag ass. An Afrika zu Zambia geet et lass. De Chef vum Stamm an engem ofgeleeënen Duerf, dee bis elo
d’absolutt Muecht iwwer seng Awunner hat, huet sech entschloss, d’Frae mat an d’Gemengeberodung ze huelen.
De Bahâ’i Glawen steet fir hien am Zentmm vu sengem Liewen. En Awunner zielt dass e muss 85km mam Vëlo
fiieren, fir op d’Haaptstrooss ze kommen, fir kënnen e Bréif fortzeschécken. Am Duerf gesäit een wéi
d’Kannerklasse gehale ginn, wéi se zesumme léieren a bieden.
1 Abdu'l-Baha, Causeries d'Abdu'l-Baha a Paris
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 127 -
An den anere sechs Deeler vu jeweils siwwe Minutte kritt een e kuerzen Abléck an d’Bahâ’i Liewen zu Vancouver
a Kanada, zu Mantova an Italien, zu Subang jaya a Malaysia, zu Perth an Australien, zu Cartagna a Kolumbien an
zu Murang a Sunsari am Nepal.
179 Geld
Sendung 179, 3ten a 4ten Oktober 2003. Wéi jidderee vun eis, all Clibbchen an Organisatioun, brauch de Bahâ’i
Glawen och fmanziell Mëttele fir sech ze entwéckelen. All Bahâ’i ka mat senge Suë maache wat e wëllt. Et ass keen
do, dee kontrolléiert op een eng Contributioun mécht oder net. Finanziell Mëttele hei zu Lëtzebuerg sinn zum
Beispill fir de Bahâ’i Zenter noutwendig, fir Publikatiounen, fir d’Sekretariat, fir Invitatiounen ze schécken, fir
verschidden national an international Projeten ze ënnerstëtzen. Et ass den Trésorier vum Nationale Rot vu
Lëtzebuerg, deen e Bilan zesummestellt. Transparenz besteet doran dass jidderee weess wéi d’Sue verwennt ginn a
wéivill Suen erakommen. Ausser dem Trésorier, weess keen, wie wéivill Sue spent. Genau sou wéi bei de Bahâ’i
Walen, gëtt et keng Lescht mat Kandidaten a wat d’Kontributiounen ubelaangt gëtt et keng Lëscht mat de Nimm
vun de Leit déi spenden. Et huet och keen d’Recht, aner Bahâ’i opzefüederen eng Kontributioun ze man. Dës
Entscheedung hëlt deen Eenzelne selwer. Op lokalem Plang gëtt et e lokale Rot, och mat engem Trésorier, deen
sech ëm déi lokal Ausgabe bekëmmert. Wann ech elo gär als Bahâ’i eng Contributioun man, ginn ech dem Trésorier
d’Suen oder e Scheck, an ech kréien eng Quittung vun him. An de Bahâ’i Schrëfte fanne mer eng Rei Texter déi eis
encouragéieren, Contributiounen ze man. Dass mer eis a schlechten Zäiten net bekloe sollten an a gudden Zäiten
generéis sollte sinn. Dass et guer net drop ukënnt, wéivill mer ginn, mee vill méi mat wéi enger Astellung eis
Contributioun maachen. Ass et e Sacrifice €25 ze ginn wann een der all Mount €10.000 verdéngt, oder ass et e
Sacrifice €1 ze ginn, wann een eng ganz kleng Péi huet?
Sue gi gebraucht fir Idealer ëmzesetzen. D’Erzéiung vun eise Kanner; d’Leit iwwer dat informéieren, firwat
d’Bahâ’i sech asetzen a wat se gleewen. Sue gi gebraucht fir Infrastrukturen opzebauen, op lokalem, nationalen an
intemationalem Plang. Dobäi gett dee gréissten Deel vun der Aarbecht am Volontariat gemaach.
Fir e Bahâ’i ass d’Spenden ee geeschtegt Virrecht, duerch dat hie sech vum Materiellen détachéiere léiert an an
engems seng Gemeinschaft ënnerstëtzt. D’Bahâ’i Schrëfte ginn eis zum Thema Matginn e flott Beispill: Mir solle
sou wéi e Buer oder eng Quell sinn; déi stänneg, ouni opzehalen, alles gëtt, wat se huet; an déi stänneg aus enger
onsichtbarer Urquell hiert d’Wasser erëmkritt. Ëmmer ze ginn, zum Wuel vun eise Matmënschen, ouni sech elo
Suergen ze man, dass een e beemol näischt méi huet, awer sech kënnen absolutt drop verloossen, dass et eng Quell
vu Räichtum a Guttheet gëtt, déi ni ophällt mat fléissen - sech esou ze verhalen - dat ass en fait, d’Geheimnis vum
richtege Liewen.
Sou wéi e Bam, deen en Deel vu senge Blieder a Friichte verléiert, déi op de Buedem falen an dem Bam sou erëm
Kraaft a Wuesstum ginn, sou sollte mir och dankbar sinn fir dat wat mer hunn. Anersäits soen d’Bahâ’i Schrëften
och ganz kloer dass Gott selwer eiser net brauch a scho guer net eis finanziell Mëttelen.
180 Sozial an ekonomesch Entwécklung, Bahä’I Approche
Sendung 180, lOten an 1 lten Oktober 2003. Fänke mer eis Emissioun haut mat enger Invitatioun op eng Konferenz
zu Walfer nächsten Donneschdeg den Owend am Centre Prince Henri un. D’Esther Zana-Nau, Economistin,
Business Development Manager a fréier Directrice de Recherches gëtt dëser Conférence économique folgenden
Titel: Ya-t-ilplacepour des valeurs éthiques dans l’économie mondialisée ? Vu Cancun bis Dubal, d’intemational
Communautéit ass op der Sich no Mëttele fir eng international Regulatioun vun der Weltwirtschaft ze fannen. Ass e
sou eng Regulatioun an den aktuelle Konditioune vun der Mondialisatioun iwwerhaapt méiglech? Wéi kann een
d’Mondialisatioun verstoen? Gëtt et eng Fatalitéit an ass se ethesch akzeptabel ? Ëm dës Froe geet et an dëser
Konferenz, an dat wéi gesot nächsten Donneschdeg Owend, um 8 Auer am Centre Prince Henri zu Walfer.
Organiséiert ass dës Konferenz vun der Bahâ’i Gemeng Walfer.
Zum Thema vun der Weltwirtschaft passt och ganz gutt eng nei Publikatioun vum Büro fir sozial an ekonomesch
Entwécklung vun der intemationaler Bahâ’i Communautéit. Fir d’Besserung vun der Welt - D’weltwäit Approche
vun der Bahâ’i Gemeng zur sozialer an ekonomescher Entwécklung.
Den Engagement zur Entwécklungshëllef fënnt een an de Bahâ’i Schrëften, déi soen dass all Mënsch „erschaf gouf
fir eng Zivilisatioun weiderzeféieren déi stänneg avancéiert. “ Bahâ’u’llâh huet geschriwwen, „Maach däi Beschtfir
dech ëm d’Besoie vun der Zäit ze befaassen an där s de liefs an zentrèier deng Iwwerleeungen op d’Uspréch an dat
wat däin Zäitalter brauch. “ Fundamental zum Bahâ’i Glawen ass d’Iwwerzeegung dass all Persoun, all Vollek, all
Natioun hiren Deel bäizedroen huet fir eng friddlech a räich global Gesellschaft opzebauen.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 128 -
Am traditionellen Denken iwwer d’Entwécklungshëllef huet d’Relioun sou gutt wéi keng Roll gespillt. Ausserdeem
stellt ee fest, dass obschonn immens vill Suen an d’Entwécklungshëllef gestach goufen a vill Efforte gemaach
goufen, sech nach ëmmer keng kloer Strategie erausgeschielt huet. Sou ass et keng grouss Iwwerraschung dass an
der lescht méi driwwer geschwat gëtt, wéi eng Kontributioun Spiritualitéit a Relioun zur Entwécklungshëllef
maache kéint. Et ass genee zu deem Thema wou dës Publikatioun d’Bahâ’i Approche duerch konkret Beispiller
duerstellt, e Prozess wou iwwer Entwécklung bäigeléiert gëtt, vum lokalen zum globalen Niveau, an dat duerch
Aktioun, d’Nodenken iwwer d’Aktioun, studéieren, Berodung, d’Systematisatioun vun der Erfahrung an Training a
Formatioun.
Bahâ’i gesinn Entwécklung als eng weltwäit Enterprise mam Zil, alle Mënsche Räichtum ze bréngen, an dat am
Wëssen dass mer an enger Zäit liewe wou eng Weltzivilisatioun amgaang ass ze entstoen. D'Bahâ’i Schrëften
erklären, dass d'Mënschheet an engem Zäitalter vun enger Transitioun ass, am beschte beschriwwen als e Passage
vu kollektiver Kandheet hin zu enger kollektiver Maturitéit. Wat dëst Zäitalter vum Erwuessesinn auszeechent ass
d'Vereenegung vun der mënschlecher Rass. A fir dat ze erreeche brauche mer Prinzipie vu Gerechtegkeet. Déi
grouss Kluft déi am Moment tëschent Aarm a Räich besteet duerf neméi weiderbestoen. D'Awunner vun der ganzer
Äerd sollte kënne vun de Friichte vun enger materiell a spiritueller globaler Gesellschaft profitéieren. Fir sou eng
Gesellschaft ze schafen, ass et wesentlech, dass Leit iwwerall d'Méiglechkeet kréien, sech un dësem konstruktive
Prozess ze bedeelegen.
D'Kapazitéit vum Eenzelnen, vu Communautéiten an Institutiounen opzebauen, fir effektif un dëse Prozesser
matzeschaffen, dat ass déi éischt Aufgab vun Entwécklung. D'Publikatioun weist dann un Hand vu kon kr ete
Beispiller wéi den Eenzelne säi Potential erfëlle kann an dat duerch den Déngscht un der Mënschheet.
183 D’Changementer an der Welt an deem Eenzelne seng Verantwortung
Sendung 183, 31ten Oktober an lten November 2003. Dëslescht war den Här Arbab, Member vum héchste
Gremium am Bahâ’i Glawen e puer Deeg zu Lëtzebuerg fir säi Jong ze besichen. Bei där Geleeënheet huet hien e
klenge Virtrag gehalen. Hei elo e kuerze Resumé vun deem wat mir besonnesch gutt gefall huet.
Wéi den Dr Arbab säin Doktorat an der Physik an der Mathematik als jonke Mann an de 60er Joeren zu Berkely an
Amerika fäerdeg hat, wollt hien e puer Joer a Südamerika säi Wësse op den Unie vermëttelen. Hie war awer sou
ugezunn vun der Atmosphere an de Mënschen, déi e ganz anere Liewensstandard hate wéi an Amerika, dass hien
iwwer zwanzeg Joer bliwwen ass. Zesumme mat aneren hu si eng Universität gegrënnt a vill Entwécklungsprojete
gestart. Als Bahâ’i war fir hien natierlech d’Erzéiung vun héchster Bedeitung fir d’Entwécklung vum Eenzelnen an
der Gesellshaft. Eppes wat mer gutt gefall huet ass dëst Raisonnement. Et ass vill méi einfach Entscheedungen ze
treffen wann ee vun enger Saach ugezunn ass. Wann ee sech forcéiert oder forcéiert gëtt, ass et vill méi schwéier
eppes ze man. A sou war et mam Här Arbab am Liewen. Hie war meeschtens vu Saachen ugezunn, wéi dass e
forcéiert war, se ze man.
Dës Emissioun riicht sech un all déi, déi hiert Liewe gär selwer an d’Hand huelen a selwer e Katalisator fir
Changementer ginn. D’Rapiditéit vun de Changementer war an der Geschicht vun der Mënschheet nach ni sou
grouss a sou séier wéi an de leschten 200 Joer. D’Evolutioun vun der Mënschheet kann ee mat der Entwécklung
vum Mënsch vergläichen. An haut huet d’Mënschheet hir Kandheet haneru sech an de Lichtsënn vun der Jugend ass
amgaang sech an d’Maturitéit vum Erwuessesinn ëmzewandelen. Natierlech ass alles dat eng turbulent
Entwécklung, wou och alt emol d’Faze ewechfléien. Alles an allem kann een haut an der ganzer Welt zwee
Prozesser feststellen, zwou Kräften. Eng Kraaft ass destruktiv. D’Welt ass voll vu Konflikter tëschent Vëlker,
Regierungen an Natiounen. D’Aarmut vun den Armen an de Räichtum vun de Räichen hëlt stänneg zou. Den
Honger an der Welt léisst all Sekonn honnerte vu Kanner verhéngeren. Bei wäitem déi schlëmmste Kraaft déi
destruktiv ass, ass déi moralesch Desintegratioun. Fréier wéi haut hunn d’Leit gelunn, mee fréier war et kloer dass
léien am Fong schlecht ass an et war een sech an deem Punkt eens. Haut ass et anescht. Haut ginn et Presidenten a
Ministeren déi léien an dobäi erwëscht ginn. An et ass esougutt wéi keen deen eppes dergéint mécht. Net nëmmen
dat mee et ass oft esou dass et an der Rei ass ze léien, wann een zum Schluss Recht kritt a gewënnt. Wann ee
verléiert war et eng falsch Décisioun ze leien a wann e wënnt war et néideg a richteg ze léien! Fir beim Thema vun
der Wourecht ze bleiwen, sou ass et fréier duergaang fir ze soen: Ech léien net, ech soen d’Wourecht. Haut ass dat
net nëmme vill méi schwéier mee et geet neméi duer ze soen: Ech léie jo net, also geet dat duer. D’Dugend vun der
Wahrhaftegkeet, der véracité ass vill méi wéi dat. Et muss een och déi néideg Erzéiung hunn fir kënne selwer ze
entscheeden wat wouer, richteg a wat falsch ass. Sécher ass dat och e Wee op deem mer sinn, well 100% kënne mer
jo seele sinn. Also heescht et haut seng Moralitéit aktiv ze liewen. An dat ass sécher schwéier an engem Entourage
wou alles erlaabt ass, sou laang een zum Schluss gewënnt.
Déi zerstéierend Kraaft an der Welt huet nach eng aner Charakteristik, an zwar ass se vill méi spektakulär wéi déi
opbauend Kraaft. Huele mer d’Beispill vun engem Héichhaus wat an zwou Minutte mat Hëllef vun Dynamit
Bahâ ’iEmissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 129 -
gespréngt gëtt. Do gëtt et eppes ze kucken. Do stëbst et an et mécht Kaméidi. An do demieft kucke mer wéi Zill fir
Zill en anert Héichhaus nees opgeriicht gëtt. Et mécht net vill Kaméidi an dauert sécher méi laang. D’Kanner
wëssen direkt wat méi flott ze kucken ass.
Wat sinn dann déi opbauend Kräften an der Welt déi een elo scho gesi kann? D’Gläichheet vu Mann a Fra.
D’Rassegläichheet. Méi a méi Erzéiung fir jiddereen. Vun dësen an anere Prinzipier huet Bahâ’u’llâh schonn iwwer
honnert Joer geschwat. An haut si mer nach e gutt Stéck dervun ewech. Awer et ka kee méi haut zumannst
ëffentlech soen, dass d’Männer méi intelligent wéi d’Frae sinn, oder dass déi wäiss Rass besser ass wéi déi
schwaarz. Alles dat geet lues a lues vim sech a brauch seng Zäit. Bahâ’u’llâh huet vun der kolletiver Sécherheet
geschwat an dëst Prinzip gouf vun de Vereenten Natiounen wärend dem Golfkrich fir d’éischt ugewantt. Vun de
Motivatioune fir all dat soll hei net geschwat ginn. Genee sou elo virum kuerzem am Tra kkr ich. Dee mächtegste
Präsident vun der Welt huet gemengt seng Natioun misst d’Saache selwer an d’Hand huelen an haut gesi mer
d’Konsequenzen dovun. An deem Mooss, dass haut gesot gëtt, sou eppes soll vun de Vereenten Natioune bestëmmt
ginn.
Et kann een d’Welt mat engem Stéck Stoff vergläichen, wat vun alle Säiten gezunn an zerappt gëtt. Et kann een net
genee soen, wie responsabel fir wat ass. Wann een dat Stéck Stoff wëllt flécken, mierkt een oft séier, dass een
einfach neméi mat flécke fäerdeg gëtt. Dofir brauche mer haut och Institutiounen, déi eng nei Welt opbaue kënnen,
mat enger aktiver Moralitéit. Eng Welt wou jidderee seng Verantwortung spiert. Dat ass haut déi gréissten
Erausfuerderung. Mir kënnen och soen, esou laang et mir hei gutt geet brauch ech jo näischt ze maachen. Awer wéi
laang dat geet ass schwéier ze soen. An déi aner Fro déi een sech da stelle kann ass déi wivill Ustréngungen ee
maache wëll fir sech aktiv un enger besserer Welt ze bedeelegen. Méi doriwwer an eisen nächsten Emissiounen, a
bis dohin e schéinen an interessante Weekend.
184 Visite du Professeur Davachi au Luxembourg (op franséisch)
Sendung 184, 7ten November 2003. Le lundi 27 octobre dernier, â l’invitation de la communauté baha’ie du
Luxembourg, nous avons eu le plaisir de recevoir, la visite d’une personnalité éminente, le Docteur Davachi,
Professeur de cardiologie infantile au New York Medical College et Consultant auprés des Nations-Unies et pour
l’OMS : Organisation Mondiale de la Santé. Outre ses nombreux travaux et publications en matière médicale, M.
Davachi a consacré une bonne partie de sa carrière ä la définition de moyens efficaces de prévention des maladies
actuelles liées aux maux de notre société : le SIDA, la drogue, l’alcoolisme, la violence. II a été consultant pour de
nombreux pays et a beaucoup servi, notamment en Afrique . Au cours de ses nombreux voyages â travers le monde,
il a rencontré des Chefs d’Etat, parlementaires, Ministres de la santé, de la justice, et de l’éducation et a partout
pröné une approche holistique de l’éducation des enfants, en insistant sur l’urgence d’intégrer dans les programmes
éducatifs nationaux les valeurs morales â inculquer aux enfants, dès leur plus jeune âge.
M. Davachi nous a fait bénéficier de ses connaissances et expériences enrichissantes au cours de la conférence qu’il
a présentée au Centre baha’i et qui portait sur : Les valeurs morales et éthiques dans l’éducation : une approche
scientifique. En voici les idées maitresses: Le monde affronte actuellement une profonde crise de nature morale et
spirituelle qui se manifeste par l’abus d’alcool et de drogues, le Sida, et l’ensemble des préjugés générateurs de
violence. Quand on est médecin, on sait que le plus important est de faire le bon diagnostic et de donner le
traitement approprié â la maladie identifiée. Si l’on voit que le traitement ne conduit pas â la guérison mais que la
maladie continue â s’aggraver, il faut alors se rendre â l’évidence que le traitement choisi n’était pas le bon et en
changer sans tarder. II en est de mëme face aux maux de notre société: si la maladie de notre société est d’ordre
moral, aucune réponse militaire ou policière, aussi forte soit-elle, ne pourra arrëter ce mal, la réponse doit ëtre aussi,
d’ordre moral. Monsieur Davachi raconte comment dans un pays d’Asie qui rencontrait de graves problèmes de
trafic et de consommation de drogues, la politique répressive était d’une grande sévérité. Chez nous », lui avait dit
le Ministre de la Justice, « on ne tergiverse pas, la peine de mort est requise si l’on vous arrëte avec quelques
grammes de drogue sur vous.» Monsieur Davachi a alors demandé: « Et vous avez exécuté de nombreuses
personnes depuis la promulgation de cette loi?» Le Ministre répond fièrement: «oui, beaucoup!» Monsieur Davachi
demande alors : « Et avez-vous noté une diminution de la consommation de drogues?» Le Ministre, un peu
embarrassé, répond : «je dois avouer que non, au contraire, nos statistiques augmentent defaqon alarmante » Et
Monsieur Davachi de conclure que l’aspirine est certes un excellent médicament mais donner seulement de
l’aspirine pour une angine ne résout pas le problème !
II existe deux types de forces, nous dit-il, qui nous gouvernent dans la vie: La force externe: c’est celle de la société,
la police. Elle n’est pas lâ pour améliorer le caractère des gens, mais pour la protection de la société et la punition.
Mais quelle que soit la sévérité de cette force exteme, elle ne suffit pas â prévenir tous les maux de notre société.
L’autre force est de nature interne, elle est notre conscience, c’est elle qu’il faut promouvoir. C’est elle qui est notre
véritable rempart. Seule l’éducation morale peut renforcer cette force inteme et apporter le changement fondamental
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 130 -
dans le comportement des hommes qui permettrait de soigner efficacement et prévenir ces maladies de notre
société.
Mais il s’agit de savoir de quelle morale parlons-nous ? Nous sommes face â des problèmes de dimension
planétaire. II y a par exemple, 70 millions de personnes atteintes du SIDA dans le monde, en Afrique du Sud il y a
600 personnes qui en meurent chaque jour. Le virus ne connait pas de frontières. La violence générée par la perte de
tous repères moraux n’est pas l’apanage d’une seule société. Toutes les sociétés du monde sont confrontées â la
mème problématique. De plus, nos sociétés sont de plus en plus multiculturelles. Alors, choisir telle ou telle
moralité risque de ne pas convenir â une partie de la société. Donc, il s’agit d’identifier quelques valeurs de nature
universelle qui correspondraient aux attentes de tous et qui permettraient l’acquisition de vertus prönées par toutes
les cultures. Quel gouvemement responsable ne souhaite pas que son peuple se développe dans une société juste et
morale ? Aucun. Tous les gouvernants sont accablés par la gravité des statistiques et recherchent des réponses
appropriées. II est de leur responsabilité de mettre en place ces cursus d’éducation morale dans les programmes des
écoles car cette éducation doit commencer très töt. La formation du caractère est pratiquement finie â la puberté,
mème si notre caractère continue â s’affmer tout au long de notre vie, le changer radicalement devient très difficile
voire impossible après la puberté.
Les enfants ont plusieurs sortes de capacités: physiques, intellectuelles, morales, et spirituelles. Si l’on considère la
manière dont nos systèmes scolaires sont organisés actuellement, tous les efforts portent sur le développement des
deux premières capacités: les physiques et intellectuelles. Très peu est consacré au reste. Ce déséquilibre est la
cause de la crise morale et spirituelle de notre monde. L’éducation spirituelle est de la responsabilité de la famille en
fonction de leurs religions, mais l’éducation morale est de la responsabilité des gouvernements.
Alors quelles sont ces valeurs essentielles et universelles â développer dans nos systèmes scolaires. Leur absence est
la cause de chacun des problèmes dont nous entendons parler chaque jour: l’intégrité, la véracité, ëtre digne de
confiance, la générosité, la compassion, la justice, la poursuite de l’excellence, le respect de soi et des autres, le
service des autres, l’unité et l’unité dans la diversité.
Monsieur Davachi insiste beaucoup sur l’éducation au principe d’unité dans la diversité car nous dit-il, partout dans
le monde, l’intolérance et les préjugés religieux, raciaux, économiques et sociaux conduisent â la violence et
dégénèrent en guerres dans de nombreux endroits de la planète. Pour prévenir cela, il nous faut changer la culture de
haine perpétuée jusqu’â présent, en culture d’unité. Si nous semons la haine, nous ne pouvons récolter que de la
haine. Si nous voulons vivre dans la paix et la sécurité, il faut semer la graine de l’unité en enseignant que la
diversité est richesse mutuelle et doit ëtre glorifiée.
«Considérez l’homme comme une mine riche en pierres précieuses d’une valeur inestimable. Seule I’éducation peut
l’amener â en livrer les trésors et permettre â l’humanité d’en profiter.»
185 Generositéit
Sendung 185 14ten a 15ten November 2003. Generositéit ass eng vun den Dugenden, déi an de Bahâ’i
Kannerklassen hei zu Lëtzebuerg ënnerriicht ginn. Mëtschgiewegkeet, mat deenen aneren deelen a matginn.
Generéis sinn, heescht virun allem ginn, well een et wëllt, an net mat der Iddi am Kapp, eppes dofir erëmzekréien.
Engem eppes ginn bedeit och dass ee gëtt ouni sech Gedanken driwwer ze maachen, wat mat eisem Cadeau geschitt.
'Abdu'l-Bahâ, de Jong vu Bahâ’u’llâh, dem Begrënner vun der Bahâ’i Relioun ass fir d’Bahâ’i e Virbild an allen
Hisiichten. Säi Liewe war e Liewe vum Déngscht an Hëllef fir déi Aarm an déi, déi an Nout waren. Hei eng kleng
Geschicht aus sengem Liewen, déi weist, wéi grouss säin Häerz wierklech war. D’Geschicht riicht sech virun allem
un d’Kanner:
„Enges Daags ass 'Abdu 'l-Bahâ vu sengem Papp geschéckt gi fir ze kucken op d ’Hiirten, déi sech ëm seng Schof
këmmeren, och gutt schaffen. 'Abdu'l-Bahâ war deemools nach e klengt Kand an d’Verfollegunge vu sengem Papp a
senger Famill haten nach net ugefaang. Bahâ ’u ’llâh hat zu där Zäit e grousst Stéck Land an de Bierger an etlech
Häerden Hämmelen. Wéi 'Abdu'l-Bahâ sech alles ugesinn hat an nees goe wollt, sot de Mann deen hie begleet huet:
„Âre Papp gëtt all Hiirt ëmmer e Geschenk ier e geet. “ 'Abdu'l-Bahâ war ee Moment roueg an huet nogeduecht,
well een näischt hatfir hinnen als Cadeau ze ginn. De Mann bei him huet awer dropgehalen, dass hien hinnen
eppes gëtt, well d’Hiirden sech eppes erwaaden. An dunn hat 'Abdu'l-Bahâ eng Iddi, iwwer déi hie ganz frou war!
Hie géif den Hiirden all d’Schof schenken, ëm déi si sech bekëmmeren.
Sengem Papp huet et vill Freedgemaach, ze héiere wéi generéis 'Abdu'I-Bahâ mat den Hiirde war. Am Geck huet e
gesot, dass jidderee gutt op 'Abdu'I-Bahâ oppasse misst, well soss géifhie sech enges Daags nach selwer
verschenken. Natierlech ass et genee dat wat 'Abdu'I-Bahâ säi ganzt Liewe laang gemaach huet. Fir d’Mënschheet
goufhien alles wat en hat, all Ablak vu sengem Liewen,fir eis ze vereenegen an eis wierklecht Gléckze bréngen. “
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 131 -
Et gehéiert zum Räichtum vum Bahâ’i Glawen, sou Geschichten ze hunn. Si hëllefen net nëmmen de Kanner, e
Prinzip oder eng Dugend besser ze verstoen. D’Geschicht vun de grousse Figuren am Glawen sinn ëmmer e Virbild
fir eist eegent Liewen.
Ouni Generositéit wier dës Welt eng traureg Plaz. An enger Welt ouni Mëtschgiewegkeet, wier all Cadeau mat
enger Konditioun verbonnen, sou dass deen dee gëtt eppes gewënnt. Dat ass net ginn.
Wann een eppes fräiwëlleg gëtt, virun allem wann een eppes opgëtt, ass dat a wichtege Wee, seng Geeschtegkeet ze
üben. Wann ee gëtt dann ass dat oft och ustiechend fir déi aner. Wann eng Persoun generéis ass, beréiert dat och
d’Häerz vun den aneren a si wëllen och generéis sinn. An domat huet jidderee méi vun deem wat se brauchen.
Generéis sinn heescht och, vu senger Zäit ginn, seng Aarbecht sou maachen, dass et wéi e Gebiet ass, kucke wie
meng Hëllef brauche kann, zum Beispill meng Famill a meng Frënn an Aarbechtskollegen. Et kann ee seng Zäit
ginn, säi Wëssen, Saachen a Suen. Wat déi aner domat maachen, ass hir Saach. Et spiert een sech einfach gutt wann
e generéis matginn huet.
Ofschléissend dëst Zitat aus de Bahâ’i Schrëften: Wéi mer solle sinn: „Am Gléck gëff mat an am Ongléck sief
dankbar. Sief d’Vertraue vun dengem Noper wäert, a kuck op hie mat hellen a frëndlechen Aen. Sief e Schatz fir
deen Aarmen, eng Äntwert op deen, deen no Hëllef jäitzt an hal däi Verspriechen helleg.“
186 Buchvirstellung: D’Verbuerge Wierder vu Bahä’u’lläh, Deel 1/2
Sendung 186, 21ten an 22ten November 2003. D’Verbuerge Wierder, e Meeschterwierk vu mystescher Poesie, gouf
1858 am Iraq geschriwwen. Laanscht den Ufere vum Floss Tigris, déif a Meditatioun, huet Bahâ’u’llâh, Begrënner
vum Bahâ’i Glawen, nogeduecht, iwwer déi éiweg Bezéiung tëschent Gott an dem Mënsch, iwwer de Sënn vum
Liewen an all d’Hürden déi virum Mënsch leien, an dat um Wee vun der geeschteger Perfektioun. Aus sou enger
déiwer Kontemplatioun koum d’Inspiratioun fir eng erstaunlech Kollektioun vu kuerze meditative Versen. An
deene puer Zeile fënnt een eng Distillatioun vun deene geeschtege Wourechten, déi d’zentral Kraaft hannert all de
reliéisen Traditioune vun der Vergaangenheet duerstellen.
Hei elo wat Bahâ’u’llâh am Ufank vun dësen Zeile schreift: „Dëst ass dat wat aus dem Räich vun der Herrlechkeet
erofkoum, ausgeschwat duerch d’Zong vun der Muecht an der Stäerkt, a wat defréiere Propheten duergeluecht
gouf. Dorauser hu Mir den déifste Käer geholl an et an d ’Kleed vun der Kierzt gekleed ..."
D’Wierder an dësen 153 Verse si fir de Mënsch eng Virbereedung un den Appell dee Gott an eiser Zäit un
d’Mënschheet riicht. Si féieren d’Séil an eng Atmosphère vu Meditatioun déi eiser geeschteger Entwécklung
hëllefen an déi de Mënsch un e Grad vu Bewosstsinn erhiewen, déi hie bis elo nach ni erreecht hat.
Et kann een e puer Säite vun dësem Buch an enger Kéier liesen. Awer ee Vers geet schonn duer fir eng laang
Meditatioun. All Kéier wann een en neie Sënn an engem Vers fënnt, huet een e Schrëtt no fir gemaach am Wësse
vun de ville Bedeitunge vun den hellege Schrëften.
D’Liewe vum Auteur vun dëse Versen ass aussergewéinlech. 1817 ass hien an enger laang bestoender, nobler
Famill a Persie gebuer. Wéi d’Begrënner vun anere Relioune virun him, ass hien ouni Erbaarme verfollegt ginn an
dat vum Klergé an dem Stat am Land vu senger Gebuert, a säi Glawe gouf gréisstendeels vu sengen eegene
Landsleit ofgeleent. E krut alles ofgeholl wat en hat, an de Prisong gehäit, gefoltert an aus sengem Land an den Exil
geschéckt. 1868 gouf en zum Schluss liewenslänglech festgehal, an dat an der Strofkolonie zu Akka, zu Palestina,
eng Plaz reservéiert fir déi schlëmmste Vebriecher vum ottomanesche Räich, an deenen hir Hänn déi perséisch
Autoritéiten hien ausgeliwwert hunn. Als Gefaangenen ass Bahâ’u’llâh gestuerwen, no bal 40 Joer onvirstellbare
Schwieregkeeten am Exil a Gefaangeschaft, am Alter vu 74 Joer.
D’Schrëfte vu Bahâ’u’llâh, trotz de schwéieren Ëmstänn vu sengem Liewen, bestinnn aus méi wéi 100 Bänn vu
Commentäiren, Bréiwer, Gebieder a Léieren. Am beschte bekannt dovunner si wahrscheinlech d’Verbuerge
Wierder. Wärend ville Joere gouf et just e puer geschätzte Manuskripter vun dësem Buch, iwwerreecht vun enger
Hand an déi aner, a mat vill Suergfalt verstoppt vun deenen, déi sech der neier Relioun widdersat hunn.
Haut ass dëst klengt Buch aus dem original perseschem an arabeschen an 69 Sproochen iwwersat an ass uechter
d’Welt beléift. Wann och de Message vu Bahâ’u’llâh virun allem e Message vun universaler Léift ass, setzt Hien
awer och d’Grondsteng vun enger neier Gesellschaft.
Fir ofzeschléissen, e puer Zeilen aus dem Buch: Verbuerge Wierder: „A Mengen Aen, watEch vun Allem am
léifsten hunn ass d’Gerechtegkeet; schwäif net dovun of wann s du Mech wëlls a vernoléisseg si net, sou dass Ech
Mech dir uvertraue kann. Mat hirer Hëllef wäerts du mat dengen eegenen Ae gesinn, an net duerch déi vun aneren,
a wäerts duerch deng eegen Erkenntnes wëssen an net duerch d’Wësse vun dengem Noper. Iwwerlee der an dengem
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 132 -
Häerz wéi s de solls sinn. A Wierklechkeet ass d ’Gerechtegkeet Mäi Cadeau fir dech an d’Zeeche vu Menger
zaarter Gnod. Hal der dat virun Aen. “
187 Dat éiwegt Bündnes mam Herrgott 1
Sendung 187 28ten an 29ten November 2003. Deen, deen alles erschaf huet ass Gott, deen Onvergläichlechen. Gott
ass d’Ursaach vun allem wat existéiert. Hien huet de Mënsch erschaf an an him säin eegent Bild agravéiert.
Bahâ’u’llâh seet dass d’Realitéit vu Gott onverständlech fir déi mënschlech Intelligenz ass, well dat wat limitéiert
ass kann net vun deem verstane gi wat onendlech ass. D’Biller déi d’Unhänger vun anere Relioune sech vu Gott
maachen sinn d’Friichte vun hirer eegener Imaginatioun. Gott ass kee Mënsch an en ass net einfach eng Kraaft déi
iwwerall am Universum präsent ass. All déi Nimm déi mer Gott ginn, bréngen et net fäerdeg seng Realitéit ze
beschreiwen.
Bahâ’u’llâh schreift an de Verbuergene Wierder : „Ech hat eng Léiftfir dech ze erschafen, also hunn Ech dech
erschaf. Sief du also frou mat Mir, fir dass Ech däin Numm soe kann, an deng Séil mam Geescht vum Liewen erfëlle
kann. “
D’Léift vu Gott fir eis ass d’Ursaach selwer vun eiser Existenz. Mir sollten eis dëser Léift ëmmer bewosst sinn, well
si eis beschützt, eis ënnerstëtzt an eis mat Liewe fëllt. Sief et dass mer a Schwieregkeete sinn oder ob et eis gutt
geet, ob mer traureg oder frou sinn, mir sollten ni vergiessen dass Gott seng Léift andauemd iwwer eis schëtt.
D’Bahâ’i Léieren soen dass Gott, nodeem en eis aus senger Léift fir eis erschaf huet, mat eis e Bündnes, eng Allianz
gemaach huet, déi éiweg dauere wäert. Dat Wuert Allianz bezitt sech op e Verspriechen oder e Kontrakt tëschent
zwou oder méi Persounen. An dëser éiweger Allianz versprécht Gott dass Hien eis ni wäert am Stach loossen.
Konkret heescht dat, dass en eis duerch seng Manifestatiounen oder Propheten, säi Wëllen a säi grousse Plang
matdeelt. Dat franséischt Wuert manifester bedeit an dësem Kontext eng Saach offenbaren oder enthiillen déi bis elo
nach onbekannt war. D’Manifestatioune vu Gott sinn eenzegaarteg a si offenbaren eis d’Wuert vu Gott. Et sinn
universal Erzéier déi eis bäibréngen, wéi een en accord mam Wëlle Gottes liewe kann a wéi ee wierklechet Gléck
erreeche kann. Mir fannen ënnert de Manifestatiounen, Krishna, Moses, Zoraster, Budda, Jesus Christus, Mohamet
an natierlech de Bâb a Bahâ’u’llâh, déi zwou Manifestatioune vu Gott fir äis Zäit.
Eng Allianz huet zwou Säiten ; si gëtt tëschent zwou Parteie gemaach, woubei all Partei sech engagéiert op eng
gewëssen Aart a Weis ze handelen. Gott huet seng Engagementer nach ëmmer agehalen. Wéi kënne mir also sécher
sinn, eisen Deel zu der Allianz bäizedroen ?
D’Allianz seet eis dass et eis éischt Aufgab ass, d’Manifestatioun vu Gott ze erkennen. De Sënn vun eisem Liewen
ass et Gott méi no ze kommen. An déi eenzeg Méiglechkeet fir Gott méi no ze kommen ass wa mer seng
Manifestatioun erkennen. Doranner läit eis éischt Aufgab. De Bahâ’i Glawen ass haut an der ganzer Welt verspreet
a gëtt ëmmer méi vun ëffentlecher Säit unerkannt. Ass et keng Erausfüederung erauszefanne wéi e Message de
Bahâ’i Glawen huet ? Ass et net traureg wann ee sech hannert den Traditioune vun der Vergaangenheet verstoppt ?
D’Telefonsnummer vum Bahâ’i Zenter ass 442220 fir méi Informatiounen iwwer dat wat mir zu Lëtzebuerg
ubidden, oder um Intemet ënnert www.bahai.lu
188 Buchvirstellung: D’Verbuerge Wierder vu Bahä’u’llâh, Deel 2/2
Sendung 188, 5ten a 6ten Dezember 2003. Vim kuerzem hunn ech iech dat Buch Verbuerge Wierder vu Bahâ’u’llâh
virgestallt. 1853, laanscht den Ufere vum Floss Tigris am Iraq geschriwwen, sinn d’Verbuerge Wierder e
Meeschterwierk vun déiwer Meditatioun iwwer dat wat de Mënsch ass, a firwat de Mënsch erschaf ginn ass. An den
nächste puer Minutten elo en éischten Deel aus dem Buch, wou den Herrgott sech un d’Mënsche riicht.
1 Se lever pour servir, Livret 2 Ruhi
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 133 -
O Jong vum Geescht! Hei ass Mäin éischte Rot: Dass Du e rengt, guttmiddegt a stralent Häerz hues, sou dass du
onvergänglech Herrlechkeet kriss, onzerstéierbar an éiweg.
O Jong vum Mënsch! Verstoppt a Mengem éiwege Wiesen an an der Uréiwegkeet vu Menger Essenz wosst Ech vu
Menger Léift zu dir. Dofir hunn Ech dech erschaf hunn an dir Mäi Bild aggravéiert an hunn dir Meng Schéinheet
offenbaart.
O Jong vum Mënsch! Ech hat eng Léift fir dech ze erschafen, also hunn Ech dech erschaf. Sief du also frou mat Mir,
fir dass Ech däin Numm soe kann, an deng Séil mam Geescht vum Liewen erfëlle kann.
O Jong vum Geescht! Sief du frou mat Mir, fir dass Ech dech gär hunn. Wann s du Mech net gär hues, ka Meng
Léift dech nimools erreechen. Sief der dees bewosst, O Dénger!
O Jong vun der Existenz! Däi Paradis ass Meng Léift. Däin himmlecht Heem ass nees mat Mir vereent ze sinn.
Komm eran ouni ze zécken. Dat ass dat wat an eisem himmleche Räich an an Eiser erhuewener Herrschaft
bestëmmt gouf.
O Jong vum Mënsch! Wann s du Mech gär hues, dann dréin dech ewech vun dir selwer, a wann s du Mäi Pleséier
sichs, dann denk net un däin, fir dass du a Mir stierwe kanns a fir dass Ech éiweg an dir liewe kann.
O Jong vum Geescht! Et gëtt kee Fridde fir dech, et sief dann du entsees dir selwer an dréins dech Mir zou. Well et
passt sech dass du dech a Mengem Numm verherrlechs an net an dengem, däi Vertrauen a Mech lees an net an
dech, well Ech wëll dass ee mat Mir alengfrou ass, an iwwer alles wat ass.
O Jong vum Sinn! Meng Léift ass Meng Festung; deen deen erakënnt ass sécher a geschiitzt, an deen dee sech
dovun ëmdréint wäert sécherlech irgoen an zu Gronn goen.
O Jong vum Wuert! Du bass Meng Festung, géi eran, fir dass de a Sécherheet do liewe kanns. Meng Léift ass an
dir, sief der et bewosst, fir dass de Mech no bei dir fënns.
O Jong vun der Existenz! Du bass Meng Luucht, a Mäi Liicht ass an dir. Huel der dorauser däi Liicht a sich keen
aneren ausser Mir. Well Ech hunn dech räich erschaf an iwwer dech hunn Ech Meng Gonscht geschott.
O Jong vun der Existenz! Mat den Hänn vun der Muecht hunn Ech dech gemaach a mat de Fangere vun der Kraaft
hunn Ech dech erschaf; an an dir hunn Ech dEssenz vu mengem Liicht geluecht. Sief domader zefridden a sich soss
näischt, well Mäi Wierk ass vollkommen a Mäi Gebot ass verbindlech. Sief der deess gewëss an zweiwel net
dorunner.
O Jong vum Geescht! Räich hunn Ech dech erschaf firwat méchs du dech selwer aarm? Eedel hunn Ech dech
erschaf firwat ernidderegs du dech selwer? Aus der Essenz vum Wëssen hunn Ech der Liewe ginn, firwat sichs du
Erleuchtung bei engem anere wéi Mir? Aus dem Toun vun der Léift hunn Ech dech geformt, firwat befaass de dech
mat aneren? Kuck an dech, dass de Mech an dirfiënns, mächteg, staark a selbstbestoend .
O Jong vum Mënsch! Du bass Mäin Eegentum, a Mäin Eegentum vergeet net. Firwat fäerts du deng
Vergänglechkeet? Du bass Meng Luucht a Meng Luucht verläscht ni. Firwat fäerts du däi Verläschen. Du bass
Meng Herrlechkeet a Meng Herrlechkeet verschwënnt net. Du bass Mäi Gezei a Mäi Gezei gëtt ni al. Bleif dofir an
denger Léift fir Mechfir dass de Mech am Räich vun der Herrlechkeet fiënns. 1
189 De Bahä’i Glawen, en Humanismus géint d’Fanatissemen
Sendung 189, 12ten an 13ten Dezember 2003. Léif Radio ARA Nolauschterer, haalt iech dëse Samschdeg den
Owend fräi, an dat fir eng interessant Konferenz mat enger Diskussioun zum Thema: De Bahâ’i Glawen, en
Humanismus géint d’Fanatissemen. Et ass dat um 8 Auer am Bahâ’i Zenter, 17, allée Léopold Goebel an der Stad.
Dës Konferenz ass organiséiert vun der lëtzebuerger Bahâ’igemeng. De Conférencier ass den Dokter Said Rouhani,
Neurophysiologist zu Paräis a Member vum nationale Rot vun de Bahâ’i aus Frankräich.
Ech kann iech am viraus versécheren dass et bestëmmt e flotten Owend gëtt, an dat virun allem wéinst dem Humor
an der Perséinlechkeet vum Conférencier. Hien ass awer och Docteur en Médecine, Docteur en Sciences,
Neurophysiologiste, practicien attaché vun de Spideeler vu Paräis, Responsabel vun der Unitéit vun der
Neurophysiologie vum Spidol Cochin, Chargé de cours un der medezinescher Fakultéit an Auteur vun enger ganzer
Rei vu wëssenschaftlechen a medezineschen Artikelen.
Ganz fréi schonn huet hie sech fir déi ethesch Froen an der Medezin an d’Ethik an der biomedezinescher Recherche
interesséiert. Hie war ee vun de Grënnermembere vun der Association Médicale Bahâ’ie, déi hie wärend ville Jore
presidéiert huet. Hien ass och Member vum Mouvement universel fir d’wëssenschaftlech Recherche.
1 Déi Verbuerge Wierder, aus dem arabischen, 1,3-14, Verëffentlechunge, Bahâ’i Lëtzebuerg 2008
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 134 -
Duerch seng Originen an duerch säin eegent Liewen, ass hie gewinnt sech mat zwou Kulturen ausernanerzesetzen.
Déi orientalesch an déi westlech Kultur. De Said Rouhani ass selwer e gutt Beispill vun Offenheet an engem
Räichtum déi eng multikulturell Identitéit matsechbréngt.
Hien ass och aktif am interreliéisen Dialog, ass Member vun der Conférence Mondiale des Religions pour la Paix
an huet u ville Kolloquen a Seminairen deelgeholl. Do setzt hie sech fir d’Konzept vun der Eenheet an de Reliounen
an, fir d’Kooperatioun vun de Gleewegen an der gemeinsamer Aarbecht fir d’Ofschafüng vun ethneschen,
kulturellen a sozial ekonomesche Virurteeler a virun allem fir d’Ofschafung vun de reliéise Virurteeler, déi Gewalt
an e Fanatissem matsechbréngen, déi zerstéierend sinn.
De Said Rouhani ass Bahâ’i a lieft zu Paräis. Den Titel vun der Konferenz, De Bahâ ’i Glawen, en Humanismus
géint d’Fanatissemen, fënnt een an engem Artikel, deen 1999 am Monde diplomatique stoung, (http://www.monde-
diplomatique.fr/ 1999/07/HATCHER/12219#nb9) geschriwwe vum William Hatcher, Matematiker, Philosoph a
Professer op der Universitéit Laval am Québec.
Ervirgeet, dass d’Bahâ’i Relioun weder eng Sekt oder e Synkretismus ass, mee eng onofhängeg Relioun, genee sou
wéi den Islam, d’Chrëschtentum an déi aner grouss Reliounen. An dass et Uganks vun de 60er Joeren ëm déi
400 000 Unhänger weltwäit gouf, haut awer méi wéi 5 Milliounen. Dat weist och drophinn, dass de Glawe weider
wuesse wäert, well de Message aktuell ass.
Zum Schluss vu sengem Artikel schreift den Hatcher : « Elo wou et schéngt dass déi grouss Ideologie vum 20te
Joerhonnert ëmmer méi u Kraaft verléieren. Elo wou et sech weisst dass de reliéisen Integrissmus an enger
Sakgaass ass, kann een dann net hoffen dass dëst Jorhonnert e Jorhonnert vun engem wierklechen Humanismus
gëtt, net ideologesch an net materialistesch ? Wa jo, da besteet keen Zweiwel dass d Bahâ Y Gemeng hir Roll ze
spillen huet»
190 Chrëschtdag a Jesus Christus
Sendung 190, 19ten an 20ten Dezember 2003. Wann e Bahâ’i och am Prinzip Chrëschtdag net feiert, ass et awer
wichteg eppes iwwer Jesus Christus ze wëssen. A sengem Buch : Beäntwert Froen schreift ‘Abdu’l-Bahâ wéi
wichteg et ass Erzéier an eisem Liewen ze hunn. Leit, déi eis de Wee weisen, déi eis hëllefen dass mer op der
richteger Bunn bleiwen. Déi grouss Propheten wéi Krishna, Buddha, Christus a Mohamet si fir d’Bahâ’i gëttlech
Erzéier, vu Gott geschéckt fir eis e puer Rotschléi mat op de Wee ze ginn. E laange Wee. An dëser Chrëschtdagszäit
passt et sech u Jesus ze denken an hei elo e puer Wierder déi ‘Abdu’l-Bahâ iwwer Jesus als Erzéier geschriwwen
huet:
Wéi Christus koum sot hien : « Ech si vum Hellege Geescht gebuer. » Wann et och haut fir d’Chrëschten einfach
ass, dat ze gleewen, sou war et awer deemools ganz schwéier a mir héieren aus dem Neien Testament, dass
d’Pharisäer soten : « Ass dat net de Jong vum Joseph vun Nazaret, dee mir all kennen ; wéi kann hien da soen, Ech
si vum Himmel komm ? »
Obwuel Hie vu bausse gesinn aus engem niddrege Stand war, huet Hie sech mat sou enger Muecht erhuewen, dass
Hie reliéis Gesetzer, déi fofzénghonnert Joer bestannen hunn, ofgeschaaft huet, an dat obscho jiddereen, dee sech
der klengster Iwwertriedung schëlleg gemaach huet, an déi gréisste Gefor geroden ass a säi Liewen op d’ Spill gesat
huet. Mee net genuch: Zur Zäit vu Christus war d’moralescht Verhale vun der ganzer Welt an den Zoustand vun de
Kanner Israel ganz verduerwen an d’Stämm vun Israel hu sech an déiwer Emiddregung, Kniechtschaft an Nout
fonnt. Si sinn an d’Gefaangeschaft vun de Chaldäer an de Perser gefall, goufen eng aner Kéier vun Assyrer
versklaavt, an dann erëm Vassale vun de Griechen. Wéi Christus koum, goufe se vun de Réimer beherrscht a
veruecht.
Christus huet sech als jonke Mënsch mat Hëllef vun enger iwwerirdescher Muecht dat aalt mosaescht Gesetz
opgehuewen, huet dat allgemengt sittlecht Verhale verbessert an huet fir d’zweet de Grond fir den éiwege Ruhm fir
d’Vollek vun Israel geluecht. Doriwwer ewech huet Hien der Mënschheet allgemenge Fridde bruecht an huet Léiere
verkënnegt, déi net nëmme fir dat israelescht Vollek bestëmmt waren, mee déi d’Basis gi sinn fir dat allëmfaassend
Gléck vun der mënschlecher Gemeinschaft.
Déi éischt, déi sech erhuewen hunn, fir Hien ze vemichten, waren d’Israeliten, säin eegene Stamm. Reng vu bausse
gesinn, hu se Hien iwwerwältegt, an hunn En an déi déifst Emiddregung gestierzt. Zum Schluss hu si Him
d'Därekroun opgesat an hunn E gekräizegt. Awer Christus huet an der Stonn vu senger anschéinend héchster Not a
Suerg verkënnegt: « Dës Sonn wäert stralen, dëst Liicht wäert schéngen, a Meng Gnod wäert d’ganz Welt
ëmfaassen, an all meng Feinde wäerten erniddregt ginn. » Wat Hie sout ass an Erfellung gaang. All d’Kinnecke
vun der Welt konnten Him net widderstoen ; méi nach, d’Kinnecke sinn all ënnergaangen, a Jesus, den
Ënnerdréckten, gouf zum héchste Gipfel erhuewen.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 135 -
Alles dat widdersprécht ganz a guer der mënschlecher Vemonft. Domat ass kloer an däitlech erwisen, dass dëst
stralend Wiesen als wierklechen Erzéier vum Mënschegeschlecht vun der Muecht Gottes gedroen a bestätegt ginn
ass.
Souwäit den ‘Abdu’l-Bahâ iwwer Christus als gëttlechen Erzéier a sengem Buch : Beäntwert Froen. Iech alleguer
schéi Chrëschtdeeg, schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch !
191 Weltproblemer a wat d’Bahä’f maachen
Sendung 191, 26ten a 27ten Dezember 2003. Den Dr Peter Khan, Member vum héchste Bahâ’i Gremium zu Haifa
an Israel, war vim kuerzem op Besuch am Bahâ’i Zenter zu Sydney an Australien. Hei elo e puer Stéchwierder vun
deem wat hie gesot huet.
Et ass noutwenneg dass d’Bahâ’i Gemeng méi déif driwwer nodenkt wat si mécht a wat jiddereen dozou bäidroe
kann, fir d’Problemer vun der Welt ze léisen. D’Erausfuerdemng ass déi hei : De Fait dass d’Bahâ’i amgaang sinn
eng nei Weltuerdnung opzebauen, wéi hänkt dat mat den haitege Weltproblemer zesummen ?
Fir d’éischt musse mer verstoen, wat dann déi wichtegst Problemer vun der Welt sinn an do kann ee véier grouss
Punkte gesinn.
Gouvemance, d’Manéier fir ze regéieren. Uechtert d’ganz Welt weisen ëmmer manner Leit en Interessen un hirer
Regierung a fille sech souguer vun hir entfriemt. An ënnert hinne ginn et der déi op d’Strooss gi fir hir Regierung
wëlle vum Pouvoir ze geheien.
Konflikter tëschent Länner ass en anere grousse Weltproblem. Op en neits fënnt den Nationalismus nees Unhänger,
an dat gesäit ee vimn allem an enger méi grousser Zuel vu Grenzkonflikter a staarke Spannungen iwwer
Minoritéitsgruppen déi net hir Plaz fannen. Am allgemengen interesséieren déi aner Länner sech net fir sou
Problemer sou laang si selwer net dovu betraff sinn.
Da ginn et all déi reliéis Streidereien. D’Géigner vun der Relioun an déi, déi u Relioun zweiwelen an déi geduecht
hunn dass Relioun an engem weltleche System verschwanne géif, hu sech geiert. Wat am Moment déi global
Communautéit paraliséiert sinn eng Rei vu reliéisen Theme wéi den Terrorismus, fanatesch Indoktrinatioun vu
Kanner, an d’Ofleenung vun de Rechter vun de Fraen.
An de gëtt et déi sozial Problemer, wéi zum Beispill eng ëmmer méi grouss Gewalt, d’Verbreedung vum AIDS -
wat zum Resultat eng Rei vu Bevëlkerunge quasi ouni Erwuessener mat sech bruecht huet, den Drogentraffik,
Terrorismus an d’Kormptioun vu Rechtskräften an der Media; alles dat befällt am Moment eis Gesellschaft
weltwäit.
D’Fro déi sech stellt: konfrontéiert mat all dëse Problemer, wat maachen d’Bahâ’i ?
Verschidde Leit an Instanzen an der Gesellschaft gi sech méi dës Problemer duerch materiell Mëttelen ze léisen.
Dobäi ass et awer sou, dass dës materiell Mëttele sech nëmmen un d’Symptomer riichten. Si packen d’Ursaache vun
de Konflikter net un. D’Roll vun de Bahâ’i ass et, d’Problemer op engem geeschtegen Niveau unzepaken.
D’Bahâ’i sollte mat gläichgesënnte Leit an Organisatiounen zesummeschaffen, déi sech beméien, Léisunge fir dës
Problemer ze fannen. D’Aufgab vun de Bahâ’i ass et vimn allem awer dësen Efforte Geeschtegkeet, de Geescht
vum Glawe vu Bahâ’u’llâh ze ginn.
Niewent den Haaptaktivitéite vun der Bahâ’i Gemeng, gesäit den Dr Khan véier grouss Beräicher wou d’Bahâ’i
sech engagéiere kënnen.
Dauerhaft Bestietnesser opbauen : mat der dramatescher Zuel vu Scheedungen an eiser westlecher Gesellschaft
besteet e Besoin an eng Méiglechkeet déi staark Bahâ’i Léieren iwwer d’Bestietnes mat aneren ze deelen, wéi zum
Beispill d’Gläichheet vu Mann a Fra, zesummen Entscheedungen huelen, an zesumme fir en nobelt Zeil ze schaffen.
Gutt Wäerter fir eis Kanner : Elteren an d’Gesellschaft am allgemenge siche kohärent geeschteg Wäerter fir Kanner
déi fräi si vu Fanatismus. De Bahâ’I Glawen huet déi néideg Léieren an Approche.
Eng sécher Plaz fir sozial Interaktioun : D’Bahâ’i Gemeng huet d’Erfamng, d’Fäegkeeten an d’Ressourcë fir e
séchert Ëmfeld wat op Wäerter berout fir sozial Aktivitéiten. En Ëmfeld wat op ass fir Verschiddenheet a wou keen
ausgeschloss ass.
Féiemng fir déi, déi e Sënn am Liewe sichen : sou vill Leit interesséiere sech einfach neméi un eiser Gesellschaft -
vimn allem ënnert den 30-40 järegen. D’Bahâ’i Schrëften erméigleche jidderengem sech selwer ze entdecken an e
Sënn am Liewen ze fannen.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 136 -
Zum Schluss huet den Dr Khan déi mysteriéis Kraaft vum kreative Wuert vum Herrgott ervirgehuewen. Et ass dat
kreatiivt Wuert vu Gott dat onendlecht Wëssen a Wäisheet gëtt, virun allem wann et duerch Aktioun geschitt, an dat
renforcéiert eise Glawen erëm op en neits. An deem Sënn, mat voller Kraaft no vir !
192 Fridden
Sendung 192, 2ten an 3te Januar 2004. Den Ufank vum neie Joer ass oft eng Ureegung fir iwwer dat Joer virdrun
nozedenken. Gëtt et e bessert Joer a wat kënne mer dozou bäidroen. D’Zäitschrëft Der Spiegel huet als Titelsäit e
Bild vum Philosoph Kant, deen an d’Stäre weist. Am Februar ass dem Kant säin 200sten Doudesdag. Speziell an
enger Zäit wou déi sozialistesch Utopie gescheitert sinn, an domat och e bëssen de Ruhm vum Karl Marx an dem
Hegel e bësse verblatzt ass, interesséieren sech nees méi Leit un deem wat de Kant gesot huet. Dozou gehéieren
d’Trennung vu Staat a Kierch oder d’Iddi vun engem Weltbiergerrecht als Viraussetzung fir Fridden an och
d’Begrënnung vun enger Moral ouni Relioun. D’Farah Dustdar dat zu Lëtzebuerg lieft a Bahâ’i ass, ass
Schrëftstellerin a Politologin an huet hir Dokteraarbecht iwwer de Kant geschriwwen. Mir wäerte sécher nach mat
hir diskutéieren, wéi eng Relevanz de Kant fir eis haut erëm huet.
D’Schafung vum Fridden ass haut déi gréissten Erausfuederung mat där d’Mënschheet konfrontéiert ass. Fridden
ass Liicht a Liewen, Krich ass Däischtert a stellt den Doud duer. Bahâ’u’llâh huet viru méi wéi 100 Joer
Weltfridden ugekënnegt. Fir dee Fridde kënnen ze hunn, proposéiert Hien eng Rei vu Léieren, déi et erméiglechen,
dëse Fridden ze schafen.
Do gëtt et d’onofhängeg Siche vun der Realitéit. Wann et de Leit erlaabt ass, no der Wourecht ze sichen, wäerten si
d’Eenheet vun der Mënschheet entdecken. Vu dass et nëmmen eng Realitéit gëtt, wäert dës Realitéit d’Welt
vereenegen. D’Virurteeler vun all Zort - vu Rass, vu Klass, vu Faarf, vu Glawen, vun Natioun, vu Geschlecht a
vum Grad vu materieller Zivilisatioun - sinn all Ursaache vu Konflikt. Wa mer akzeptéieren d’Realitéit ze sichen
amplaz blann d’Meenungen an d’Traditioune vun der Vergaangenheet ze imitéieren, da si mer um richtege Wee all
Zort vu Virurteeler ofzeschafen.
D’Léier vu Bahâ’u’llâh iwwer d’Relioun mécht en däitlechen Ënnerscheed tëschent wierklecher Relioun a
Superstitioun, Awerglawen. Relioun muss an Harmonie si mat der Wëssenschaft a mam Verstand. Relioun muss
d’Quell si vu Solidaritéit a Léift. Wa Relioun zu Sträit an Haass féiert, ass et besser keng Relioun ze hunn. Eng
Léier vu Bahâ’u’llâh déi zum Fridde bäidréit ass d’Gläichheet vu Mann a Fra. Wa mer d’Mënschheet wéi e Vull
gesinn, stellt d’Fra e Flillek duer an de Mann deen aneren. Fir kënne fortzefléien, musse béid Flilleke gläichméisseg
entwéckelt sinn. Et soll een och wëssen wéi e grousse Wäert am Bahâ’i Glawen drop geluecht gëtt, dass jiddereen
an der Welt Zougank zu Erzéiung soll hunn; dass et en immense Virdeel ass, wa mer eis niewent dem Léiere vun
eiser Mammesprooch, eens ginn eng gemeinsam Sprooch ze léieren, sief et Sprooch déi schonn existéiert, oder eng
nei Sprooch. Et ass genee sou néideg, spirituell Léisunge fir eis ekonomesch Problemer ze sichen.
De Mënsch soll sech fräimaache vun der Gefaangeschaft vun der Welt an der Natur. De Mënsch gouf geschaf fir
um Fortschrëtt vun enger Zivilisatioun matzeschaffen déi kontinuéierlech avancéiert. D’Zivilisatioun huet awer
zwee Aspekter, dee Materiellen an dee Geeschtegen. Wann dat Materiellt an dat Geeschtegt et fäerdeg bréngen,
sech mateneen ze verstoen, da si mer amgaang, un eisem Gléck ze schaffen. A wa mer et fäerdeg bréngen, dass
Gerechtegkeet an eisem Zesummeliewen an an eisem Alldag ass, droe mer zu Uerdnung an der Welt bäi. 32
Et ass eng Ermuddegung an de Bahâ’i Schrëften ze liesen dass „d’Verbesserung vun der Welt kann erreecht ginn
duerch reng a gutt Doten, duerch e luewenswäert an anstännegt Behuelen. “ 33
Mir sinn also fest dovun iwwerzeegt, dass jidderengem Eenzelne säi Verhale wichteg ass an dozou bäidréit, eng
besser Welt ze schafen. An deem Sënn, e schéint a frout neit Joer am Numm vun der ganzer Bahâ’i Gemeng zu
Lëtzebuerg.
193 Gerechtegkeet
193t Sendung 9ten an lOte Januar 2004. Et gëtt wuel kaum een deen net gäre gerecht behandelt gëtt. Wéi oft héiert
een: Dat do ass net fair, dat do ass net gerecht. Gëtt et iwwerhaapt hei op der Welt Gerechtegkeet? An dëser
Emissioun gesi mer e bësse wéi eng Stellung d’Gerechtegkeet am Bahâ’i Glawen huet.
Dass et ënnert de Mënschen Ënnerscheeder an hire Kapazitéite gëtt geheiert zum Wiese vun der mënschlecher
Existenz. Et ass fundamental. Et ass einfach onméiglech dass mer all d’selwecht sinn, dass mer all gläich sinn. Mee
d’Affäre vun eisem Alldag mussen an all hiren Aspekter nom Prinzip vun der Gerechtegkeet geféiert ginn.
D’Gerechtegkeet ass net limitéiert, net begrenzt; et ass eng universal Qualitéit. Si applizéiert sech un all Niveaue
vun eiser Gesellschaft. D’Gerechtegkeet muss als helleg ugesi ginn, an d’Rechter vu jidderengem musse
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 137 -
respektéiert a geséchert sinn. D’Gesetzer vun der Gesellschaft musse sou formuléiert sinn a mussen esou applizéiert
an ugewannt ginn, dass et enger Minoritéit net méiglech ass onwahrscheinleche Räichtum opzekéipen an ëmmer an
ëmmer méi räich ze ginn an dass anerer awer och glat a guer näischt hunn. Ënnert de Léiere vu Bahâ’u’llâh fënnt
een d’Ofschafiing vun extremem Räichtum an extremer Aarmut.
Jidder Eenzelnen an der Gesellschaft muss kënnen Notzen zéie vun den Avantagë vun eiser Zivilisatioun, well all
Eenzelnen ass jo e Stéck vum Kierper vun der Mënschheet. Wann et engem vun de Kierperdeeler schlecht geet,
mussen déi aner Kierperdeeler noutgedrongen och iergendwann eng Kéier leiden. Mee hautdësdaags, wou et un
harmoniéise Relatioune feelt, ass et esou dass verschidde Leit an eiser Gesellschaft an engem ongeheiere Wuelstand
liewen, mat deem gréisste Luxus, wärend deems anerer net genuch ze iessen hunn a mol keen Dag iwwer dem Kapp
hunn. Déi néideg Reziprozitéit an déi néideg Symetrie feelen an eiser haiteger Gesellschaft, si ass an deem Punkt
net gutt organiséiert. Déi eng kréien nëmme a ginn näischt an déi aner ginn oft vill ouni dat néidegt zréck ze kréien.
Mir brauche Gesetzer a Prinzipien déi d’Gléck an de Wuelstand vun alle Membre vun der mënschlecher Famill
assuréieren.
D’Gerechtegkeet berout op den zwee Stäiler vun der Belounung an der Bestrofiing. D’Leit sinn encouragéiert
gerecht ze sinn aus der Hoffnung no Belounung an der Angscht vun der Bestrofiing. Dës zwee Gefiller sinn
indispensabel fir d’Oppressioun ze vermeiden. D’Legislateuren an d’Administrateure vun de Gesetzer musse sech
bewosst sinn dass hir Entscheedungen och spirituell, geeschteg Konsequenzen hunn. Wann e Staatsbeamte versteet
dass hie Rächeschaft muss ofleeë fir dat wat he mécht, an dat iwwer dëst Liewen hei eraus, dann ass hien ermuddegt
op eng gerecht Manéier ze handelen. De Patron dee weess dass seng Entscheedungen mat der Wo vun der gëttlecher
Gerechtegkeet gewie ginn, probéiert sécher all Oppressioun ze vermeiden. 34
Ofschléissend dës Wierder aus de Bahâ’i Schrëften zum Thema Gerechtegkeet: „ 0 Jong vum Geescht! A Mengen
Aen, wat Ech vun Allem am léifsten hunn ass d’Gerechtegkeet; schwäif net dovun of wann s du Mech wëlls a
vernoléisseg si net, sou dass Ech Mech dir uvertraue kann. Mat hirer Hëllef wäerts du mat dengen eegenen Ae
gesinn, an net duerch déi vun aneren, a wäerts duerch deng eegen Erkenntnis wëssen an net duerch d’Wësse vun
dengem Noper. Iwwerlee der an dengem Häerz wéi s de solls sinn. A Wierklechkeet ass d’Gerechtegkeet Mäi
Cadeau fir dech an d’Zeeche vu Menger zaarter Gnod. Hal der dat virun Aen. “
194 Eenheet
Sendung 194, 16ten a 17te Januar 2004. Gëtt et am Bahâ’i Glawen e Prinzip wat méi wesentlech, méi wichteg ass
wéi d’Prinzip vun der Eenheet vun der mënschlecher Rass? Neen, wuel kaum. Mee wat heescht dat d’Eenheet a
virun allem wat kënne mer zur Eenheet ënnert de Leit an de Vëlker bäidroen?
Fir d’éischt emol soll een Eenheet net mat Uniformitéit verwiesselen. E Gaart an deem all d’Planzen déi selwecht
Form an déi nämlecht Faarf hunn ass sécher net immens schéin. Mee e Gaart an deem et vill ënnerschiddlech
Blummme ginn, mat ville Faarwen an a verschidde Gréissten ass eng Freed fir d’A. Et ass genee dëse freeleche
Kontrast deen engem Gaart seng Schéinheet a säi Charme gëtt. An obwuel all Blumm a Planz anescht ass, gëtt
jiddereng vum selwechte Reen erfrëscht a kritt hir Hëtzt vun der selwechter Sonn. A genee sou ass et och mat eis
Mënschen. Mir setzen eis zesummen aus verschiddene Rassen a Faarwen. Mee mir sinn all erschaf vum selwechten
Herrgott, mir hunn dee gläichen Ursprong. D’Diversitéit, de Räichtum u Villfalt an eiser mënschlecher Famill soll
dach d’Ursaach vun der Léift an Harmonie sinn, wéi an der Musek; verschidden Nouten an Téin setzen sech
zesumme fir e perfekten Accord ze produzéieren.
Eis Existenz verlaangt Eenheet. Eenheet ass wesentlech. D’Quell selwer vum Liewen ass Léift. An eiser materieller
Welt ass d’Existenz vun alle Saachen ofhängeg vun der Eenheet. Hir Atomer sinn zesummegehalen duerch d’Gesetz
vun der Unzéiung. An der Form vun enger schéiner Blumm zum Beispill fënnt een d’Gesetz vun der Unzéiung.
Mee wann dës Unzéiung neméi do ass, stierft d’Blumm. A sou ass natierlech mat allem wat existéiert a besonnesch
beim Mënsch. D’Unzéiung, d’Harmonie an d’Eenheet si Kräften déi d’Mënschheet um Liewe behalen.
Bahâ’u’llâh, Begrënner vum Bahâ’i Glawen huet e Plang entworf, deen et erlaabt d’Mënschen alleguer op der Welt
ze vereenen. Mir mussen eis voll a ganz engagéieren déi Leit ronderëm eis an dëse Krees vun der Eenheet ze
invitéieren. Egal weem mer och begéinen, duerfe mer et ni erlaben, dass eis Ënnerscheeder eng Barrière tëschent eis
ginn. Am Contraire, eis Ënnerscheeder sollen eng Ursaach vu Freed an Interesse ginn. 35
D’ganz Schwieregkeet läit doranner, vir an deem aneren dat Bescht ze gesinn a sech net mat senge Feeler ze
beschäftegen. Wa mer dat maachen, gesinn déi aner och éischter eis gutt Säiten. Schlecht iwwer aner Leit schwätzen
ass wahrscheinlech eng vun de gréissten Ursaache vu Sträit, Mëssverständnesser a Mësstrauen. Eppes guddes bei
egal weem entdecken ass eng vun de schéinsten Entdeckungen, déi mer iwwerhaapt maache kënnen. An domat
maache mer och schonn e wichtege Beitrag zur Eenheet. An dat an eiser Famill, eisem Bekanntekrees, an eisem
Duerf an doriwwer ewech.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 138 -
Wat mer nach entdecke mussen ass einfach ze gesinn, wéi staark d’Luucht vun der Eenheet ass, sou staark dass dës
Luucht d’ganz Welt erliichte kann.
195 Erzéiung 36
Sendung 195. Wann ee wëllt e puer vun de wesentleche Bahâ’i Prinzipie presentéieren, kënnt een net laanscht
d’Thema Erzéiung. An zwar Erzéiung fir jiddereen. An dorop huet Bahâ’u’llâh besonnesch insistéiert. Eng
universal Erzéiung heescht net déi selwecht Erzéiung fir jiddereen op der ganzer Welt. Et geet drëm d’Erzéiung
iwwerall ze fërderen an et ass dat speziell an eiser haiteger Zäit dréngend noutwendeg. Keng Natioun op der Welt
ka wierkleche Wuelstand hunn ouni sech vill Zäit fir d’Erzéiung ze huelen. Déi éischt Ursaach vum Ënnergank vun
engem Vollek ass d’Ignoranz, d’Netwëssen. D’Erzéiung gëtt der Regierung an hire Bierger Éier, Wuelstand,
Onofhängegkeet a Fräiheet.
Erzéiung muss sécher am ganz jonkem Alter ufänken. Et ass d’Aufgab vum Papp an der Mamm mat alle Mëttelen
ze versichen hir Kanner ze erzéien, hir Charakteren ze raffinéieren an ze verfeineren, an dat an Harmonie mat de
geeschtegen a moralesche Gesetzer. An d’Eltere sollen hir Kanner an de Kënschten a Wëssenschaften erzéien.
D’Mamm ass déi éischt Erzéierin vun der mënschlecher Rass; si kuckt nom Kand a niert et un der Broscht vum
Wëssen. All Kand brauch eng Erzéiung a muss eng Erzéiung kréien; et ass net eppes wat ee ka vemoléissegen.
Wann d’Eltere kënnen d’Käschte vun der Erzéiung droen, sollen se et maachen. Soss muss d’Gemeinschaft déi
néideg Mëttele virgesinn fir dem Kand eng gutt Erzéiung ze ginn.
A wat soll d’Erzéiung bewierken? Si soll an all Mënsch e Verlaangen ureegen oder stimuléieren, fir Exzellenz ze
erreechen, fir dat Bescht wëllen ze maachen, en Drang dat wat ee mécht sou gutt wéi méiglech ze man. De Mënsch
soll en Duuscht entwécklen fir mënschlech Perfektioun an dësem Duuscht mat all senger Leidenschaft nogoen. Hie
muss no Geeschtegkeet striewen an den Dugende wéi Éierlechkeet, Loyalitéit, Déngscht un der Mënschheet, Léift a
Gerechtegkeet. Hie soll versichen sech auszezeechnen duerch seng Bestriewungen an Efforten, Fridden an Eenheet
ze fërderen a Kenntnisser ze vermëttelen. Anere Leit op dësem Wee hëllefen ass déi wierklech Funktioun vun
Erzéiung.
Et ginn eng ganz Rei vun Themen, wou ee kann iwwer d’Erzéiung schwätzen. Ech denken do emol an éischter Linn
un d’Erzéiung vun de Kanner, awer och de soziale Fortschrëtt, d’Kraaft vun der Wëssenschaft ass sécher e ganzt
aktuellt d’Thema, nämlech eise Schoulsystem. Déi aner Fro iwwer déi ee kann nodenken ass déi hei: Wéi stellt der
iech vir, Erzéiung ënnert Milliarde vu Mënschen, déi haut op der Äerd wunnen, ze generaliséieren, en allgemenge
Curriculum auszeschaffen? Ass dat och wënschenswäert?
Ofschléissend nach e puer Zitater aus de Bahâ’i Schrëften, déi zum weidere Nodenken ureege sollen. „Et ass net
wënschenswäert dass e Mënsch keng Kenntnisser a kee Beruffhuet, well dann ass wéi e Bam ouni Friichten. “
„Dass äre Geescht an äre Wëlle sech der Erzéiung vun de Vëlker an de Stämm vun derÂerd widmen. “
,,D ’Kënschten, d’Handwierker an d’Wëssenschaften erhiewen d’Welt vun der Existenz an droen derzou bäi, si ze
valoriséieren, hir e Wäert ze ginn. Wësse kann ee mat engem Puer Flilleken am Liewe vum Mënsch vergläichen an
eng Lieder mat där hien eropklamme kann. “
„A Wierklechkeet, ass Wëssen e richtege Schatz, en Tresorfir de Mënsch an eng Quell vun Eier, vu Gnod, vu Freed,
vu Begeeschterung, vu Courage a vu Gléckfir hien. “
Iech léif Radio Ara Nolauschterer e schéinen erhuelsame Weekend, äre Jean-Marie.
196 D’Maturitéit vun der Mënschheet 37
Sendung 196, 30te Januar 2004. All Mënsch op dëser Welt, vu senger Gebuert bis zu sengem Doud, geet duerch eng
Rei vun Etappen. All Etapp huet seng spezifesch Bedingungen an Ufüerderangen. Am Liewe vun engem Mënsch,
sinn dës Konditiounen an Exigencë vun der Kandheet, der Jugend an dem Erwuessesinn net déi selwecht. All Etapp
brauch hir Zäit a bereet eis op déi nächst Etapp vir. Mir léieren eis Fäegkeeten ze entwécklen a mir gi méi
intelligent.
An esou wéi de Mënsch a sengem Liewen duerch eng Rei Etappe geet a bäiléiert a sech entwéckelt, geneesou ginn
et och Etappen am kollektive Liewe vun der Mënschheet. Am Moment, si mer als Mënschheet amgaangen, eis
Kandheet hannert eis ze loossen. Mir kommen esou lues an d’Period vum Erwuessesinn, eng Zäit op déi mer scho
laang waarden. Dat wat mer haut brauchen entsprécht net deem wat mer als Kand gebraucht hunn. Mir wëllen aner
Saache. Mir verlaangen no deem wat en Erwuessene verlaangt.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 139 -
Vu wou een och ëmmer kuckt, stellt ee fest, dass mir als Mënschheet e revolutionäre Ëmännerungsprozess
matgemaach hunn, sief dat am Beräich vun der Politik, dem Gesetz, der Wëssenschaft oder an der Industrie. Eis
ethesch Kriteren, eis moralesch Wäerter an eis Liewensaartaweis vu fréier sinn eiser haiteger Zäit neméi ugepasst, si
si neméi adequat; an dat an enger Zäit déi markéiert ass vum Fortschrëtt.
Wa mer dës Etappen an dës Entwécklung beim Mënsch feststellen, a bei der Mënschheet als e Ganzt, liewe mer
haut och an enger Zäit vun Erwuessesinn a Reform vun der Relioun. D’Bigoterie a sech wëllen dogmatesch un déi
fräi Glawensrichtunge festklammeren sinn haut d’Ursaach vu grousser Feindséilegkeet. Einfach wëlle maache wéi
ëmmer, wéi fréier ; d’Imitatioune vun der Vergaangenheet musse Plaz maache fir gëttlech Léieren déi offenbaart
goufe fir d’Mënschheet an eisem Zäitalter ze avancéieren, wéiderzebréngen. Dës Reform an dës Emeierung vun der
fundamentaler Realitéit vun der Relioun ass dee wierkleche Geescht vum Modemismus, et ass dat kloert Liicht vun
der Welt an déi gëttlech Medezin fir all d’Boboen an Iwwele vun der Welt.
Dass dëst d’Thema vun Aktualitéit ass, schéngt engem kloer ze sinn. Et mierkt een dat wann ee sech fir d’Geschicht
interesséiert, oder d’modem Literatur. Et ass och vu gréisster Bedeitung wann een interesséiert ass wat mat eis an
Zukunft geschéie wäert an net zu gudder Lescht ass dëst d’Thema am Mëttelpunkt vun der d’Tatsaach dass eis
haiteg Gesellschaft sech an engem groussen Duerchemee befënnt.
Ofschléissend e puer Passagen aus de Bahâ’i Schrëften zum Thema: « All Zäitalter huet säin eegene Prohlem, all
Séil seng eege Bestriewung. D’Heelmëttel watfir d’Problemer vum haitegen Daggutt ass an hëllefe kann, kann net
datselwecht sinn fir d’lwwelë vun engem spéideren Zäitalter. »
« Beschäftegt iech mat Suerg iwwer d 'Besoië vun der Zäit an där dir lieft an dass all är Berodungen sech domat
ausernanersetze wat dës Zäit erfuerdert a verlaangt. »
« Eng ganz nei Liewenskraaft belieft an dësem Moment d’Vëlker vun der ganzer Âerd, awer kee Mënsch huet
d’Ursaach dovun entdeckt oder de Grond dofir ernuecht geholl. » Iech Radio ARA Nolauschterer dee beschte
Weekend, a bis d’nächst Woch.
197 Léift 38
Sendung 197, 6ten a 7te Februar 2004. Bal dräidausendmol fënnt een d’Wuert Léift an de Bahâ’i Schrëften, wann
een eng Recherche um Computer nom Wuert mécht. D’Léift huet och eng grouss Plaz an eise Lidder an Texter déi
mer héieren a sangen. A vill grouss Filmer a Bicher kënnt d’Thema vun der Léift ëmmer nees erëm.
D’nächst Woch, de 14te Februar ass Valentinsdag a fir d’Geschäfter eng weider Méiglechkeet e puer Su ze
verdéngen. Rout ass eng Faarf déi dacks mat der Léift verbonne gëtt. D’Léift zu enger Saach, zu sengem
Museksveräin, d’Léift zu senge Kanner, sengen Elteren a sengem Partner. Wann ech u Léift denke froen ech mech:
Wat ass da Léift? Wéi dréckt d’Léift sech a mengem Alldag aus? Kann ech vu Léift schwätzen zu enger Saach,
enger Persoun, enger Relioun, wann dat Gefill, dat Bewosstsinn, deen ënneren Drang, déi Passioun sech net op
iergendeng Manéier ausdréckt. Ech kann all déi Léift déi a mer ass net einfach a mir behalen. Soss nëtzt se jo
kengem eppes. Ech vergläichen d’Léift emol einfach mat Sport. Wann ech gär fit ginn, muss ech fir d’éischt Kraaft
an Energie ewechginn, lafen, tumen a sou weider. Wann ech gär Léift kréie wëll, muss ech dann net och fir d’éischt
Léift ginn, ier ech der kréie kann. Ech denken dass d’Léift eng mysteriéis Saach ass. Esou vill Saache kënne mer
einfach net verstoen. Just versichen, der Wourecht e bësse méi no ze kommen. Dofir probéieren ech an dëser
Emissioun einfach iwwer e puer Eegeschafte vun der Léift ze schwätzen. Fir se einfach e bësse besser an de Grëff
ze kréien.
Wéi oft sinn ech vun eppes ugezunn a soen dass ech et gär hunn. An der Koppel denken ech dass d’Léift fir d’éischt
eng Unzéiung ass, et begéint ee sech, et verléift ee sech an dann, an da kënnt dee brennende Punkt. Wéi geet et
weider? Op deem Punkt ginn d’Meenungen ausemeen. Wat geschitt mat der Léift? Déi éischt Léift verännert sech
an d’Koppel schafft un hirer Léift, d’Koppel ass amgaangen eppes opzebaue mat dëser Léift. An d’Léift ass den
Zement an d’Fundament vun dëser Konstruktioun. An dofir brauch ee Wëllen. Et muss e wëllen zesummen eppes
opbauen; eng Famill, en Heem schafen. An do kann ee soen dass d’Léift sech léiert. An an der Frëndschaft brauch
een och eng Partie Léift an e puer wesentlech Dugenden. Sou zum Beispill Héiflechkeet, Éierlechkeet, Matgefill a
Verständnes. An alles dat léiert sech. Doheem an an der Schoul.
A wann ee vu Léift schwätzt, ass een och séier beim Thema Häerz, dat wat eis wierklech usprécht, déi Plaz déi eis
am déifste beréiert. 'Abdu'l-Bahâ seet: „ Et geet net domat duer, iech duerch Wierder eleng Frëndschaft ze weisen,
loosst är Häerzer a Iéiwer Frëndlechkeetfiir all opbléien, déi äre Wee kräizen. “ A weider seet 'Abdu'l-Bahâ: „Léift
ass den Hauch vum hellege Geescht am Häerz vum Mënsch “. Heescht dat net dass d’Léift also vum gëttlechen
hirkënnt. Ass dat och net eng vun den Aufgabe vun der Relioun, dass si eist d’Liewe mat Léift erfëlle kann, sou
dass mir et mat eise Matmënschen deele kënnen an déi Léift déi an eis ass, weiderginn. Well et ass jo vimn allem
wa mer déi Léift déi an eis ass, weiderginn a matginn, dass mir se selwer an eis spieren.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 140 -
Ass do net e wesentleche Punkt, deen eis hëllefe kann, eis Relioun besser ze verstoen. Wa mer se mat der Léift
verbannen. Dann ass et d’Wuert vu Gott, dat schëpferescht Wuert vu Gott, mat all senger Kraaft, dat eppes an eis
ausléist wat immens ass. Et ass net nëmmen eist Bestriewen als Mënsch sou richteg wéi méiglech ze liewen, wat eis
weiderbréngt, mee virun allem wann eist Bestriewe sech inspiréiert vum Wuert Gottes, vun den hellege Schrëfte
vun all de grousse Reliounen. Et ass vläicht dann, wou mer der Léift am nootste kommen.
An zum Thema Léift luet d’Bahâ’i Gemeng vu Steesel iech op en Owend zum Thema Léift an, an dat e Freideg den
Owend, den 13ten um 7 Auer bei der Famill Nau. Mellt iech am beschten un iwwer den Telefon 091 334210, wéi
gesot zu Steesel bei der Famill Nau. Iech alleguer e wonnerschéine Weekend.
198 Buchvirstellung: D’Bahâ’I Welt 2002-2003
Sendung 198, 13ten a 14te Februar 2004. Fir all déi, déi sech gär e gutt Bild iwwer d’Bahâ’i Relioun an der Welt
maachen, ass en neit Buch eraus mam Titel: d’Bahâ Y Welt 2002-2003. D’Buch huet 316 Säiten an ass flr all
geduecht, déi Referenze sichen, déi eng Recherche am Beräich vun der Relioun maachen, et ass fir Institutiounen an
der Erzéiung, fir Regierungen, fir d’Medien an all Assoziatiounen eng wäertvoll Hëllef. A fir eis Radio ARA
Nolauschterer hu mir eng Kopie ze verschenken. Et geet duer vir eis um Radio unzeruffen oder direkt bei mir, no
der Sendung.
Et fënnt een am Buch ganz verschidde Saachen. Sou zum Beispill de kompletten Text vum héchste Bahâ’i
Gremium adresséiert un déi reliéis Leaderen an der Welt a mat engem Rapport vun all de Reaktiounen.
D’Publikatioun: D 'Bahâ 7 Welt gouf 1926 vum Hidder vum Bahâ’i Glawe lancéiert. Et war deemools scho geplangt
dës Serie dem grousse Publikum zougänglech ze man. Haut huet se natierlech faarweg Fotoe vun den Aktivitéiten
an deene verschiddenen Deeler vun der Welt dran. Et kritt een am Buch e gudden Iwwerbléck vun all den
Aktivitéite vun de Bahâ’i Gemengen uechter d’Welt.
Wat ass nach alles am Buch? En Artikel iwwer déi nei Iwwersetzunge vun de Schrëfte vu Bahâ’u’llâh, Begrënner
vum Bahâ’i Glawen; e Rapport iwwer d’Bedeelegung vun der internationaler Bahâ’i Gemeng um Weltsommet
iwwer d’dauerhaft Entwécklung zu Johannesburg a Südafrika; den Text vun enger Deklaratioun: d’Relioun an
d’Entéwcklung op enger Kräizung vu Weeër: Convergenz oder Divergenz? En Essai iwwer eis Verflichtungen a
Verantwortungen am Opbau vun enger Weltzivilisatioun. Eng Bahâ’i Perspektiv iwwer déi global AIDS-HIV
Epidemie an en Artikel iwwer d’Roll vum Eenzelnen an eiser Gesellschaft. Donieft kann een iwwer e puer vun den
Entwécklungsprojete liesen, dorënner e Portrait vun APRODEPIT, enger Associatioun fir d’Promotion an
d’Entwécklung vun der Pisiculture intégrée am Tschad.
Fir all déi Nolauschterer déi net reegelméisseg eis Emissioun lauschteren, sief gesot dass de Bahâ’i Glawen aus
enger obskurer Beweegung am Mëttleren Orient zu der zweetmeescht verbreeter vun den onofhängege Relioune
gewuess ass. Et fënnt ee Leit vun iwwer 2100 ethnesche Gruppen, Stämm a Rassen an ass domat zimlech sécher déi
villsäitegst organiséiert Beweegung vu Leit déi et haut op eisem Planéit gëtt. D’Eenheet vun dëser Gemeinschaft ass
eng Erausfuerderung fir déi virherrschend Theroie iwwer d’Natur vum Mënsch an d’Aussiichte fir eis gemeinsam
Zukunft.
Den zentralen Thema vum Glawen ass dee vun der Eenheet. Hire Begrënner, Bahâ’u’llâh léiert eis dass et nëmmen
ee Gott gëtt, dass et nëmmen eng Mënschheet gëtt, an dass all d’Relioune vun der Welt Etappe waren, an dat an der
Offenbarung vun deem wat Gott de Mënsche soe wollt. Haut, ass d’Mënschheet erwuess ginn. „D’Âerd ass
nëmmen ee Land“, seet Bahâ’u’llâh, „an d’Mënschen hir Bierger“. D’Erviertriede vun der Bahâ’i Gemeng stellt
iwwerzeegend Beweiser duer dass d’mënschlech Rass, an all hirer Diversitéit, léiere kann zesummen ze liewen an
ze schaffen an hirem Heemechtsland, dem Planéit.
Dëst Buch, d’Bahâ’i Welt wat elo zënter 1926 all puer Joer erauskënnt, ass déi wesentlech ëffentlech Opzeechnung
vum Wuesstum an der Entwécklung vum Bahâ’i Glawen. Wéi gesot an all Band fënnt ee wichteg Dokumenter a
statistesch Donneeën an aner Informatiounen iwwer de wäitgefecherte Programm vun Aktivitéite vum Bahâ’i
Glawen. Fir de Lieser stellt den dramatesche Wuesstum vum Glawen nei an interessant Froen iwwer d’Roll vun der
Relioun an der Entwécklung vun eiser Gesellschaft. Dëst Band besteet virun allem fir ze hëllefen dës Froen ze
beäntweren. Wéi gesot, e Band, d’Bahâ’i Welt 2002-2003 waart hei op den éischte Radio ARA Nolauschterer, dee
mir elo urifft, am beschten um 091 334210. Iech alleguer e schéine Weekend a bis d’nächst Woch.
199 D’Bahâ’I Wanterschoul zu Bollendorf
199t Sendung, 20ten an 21te Februar 2004. Wann dir tëschent all de Fuesbaler dëse Weekend nach Zäit fannt fir
iech e bëssen ze erhuelen, kann ech iech e puer gemittlech Stonnen ubidden, an dat an der Bahâ’i Wanterschoul zu
Bollendorf, an der Jugendherberg, just hannert Iechtemach. Dës Invitatioun ass fir d’ganz Famill geduecht. Fir déi
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 141 -
Grouss ginn et Virträg an et kann ee matschwätzen. Fir déi Kleng ginn et flott a kreativ Aktivitéiten de ganzen Dag
iwwer. Et ass kloer, dass zesumme giess gëtt an dass een nei Leit ka kenneléieren, an dat op eng gemittlech Aart a
Weis, fräi vun Alkohol. Duerch de Weekend féieren eis den Dr Moojan Momen aus England an den Här Kambiz
Poostchi aus Eisterräich. Fir eng däitsch Iwwersetzung aus dem Engleschen ass gesuergt.
Den Dr Momen interesséiert sech fir wëssenschaftlech Recherchen iwwer Relioun am allgemengen an iwwer de
Bahâ’i Glawen. Hien huet eng Rei Bicher iwwer d’Bahâ’i Geschicht geschriwwen an iwwer zwanzeg Artikele fir
eng Bahâ’i Enzyklopedie. Doriwwer eraus interesséiert hie sech fir den Hinduismus par Rapport zum Bahâ’i
Glawen. Zesumme mat senger Fra, dem Wendi Momen, wat iwweregens aktiv als Soroptimist ass, hu si eng flott
Intemetsäit, wou dir nach vill Informatioune fannt. Maacht am beschten eng Recherche ënnert Momen a Bahâ’i.
Den Här Kambiz Poostchi kënnt aus Eisterräich. Hien ass Architekt a Liewens- a Sozialberoder. E ganz waarme
Mënsch, deem säin neit Buch: Goldene Âpfel, Spiegelbilder des Lebens ech hei op dëser Plaz scho virgestallt hunn.
Hie wäert och méi Zäit mat de Kanner an de Jugendlecher verbréngen. Et wier wierklech schéi wann dir Zäit hätt
dëse Weekend bis op Bollendorf ze kommen. Dir kënnt einfach kommen, eng Taass Kaffi drénken an e bëssen
eralauschteren. Fir iech e bëssen Appetit ze man, hunn ech e puer Geschichten aus sengem Buch matbruecht.
Fir d’Kanner ass och gesuecht an do hu mer d’Famill Schwanenengel, de Femand Schaber, d’Margarit Molaian an
d’Jeannette Kaber, déi e flotte Programm zesummegestallt hunn. Dir hutt och d’Méiglechkeet an der Jugendherberg
ze schlofen. Da mfft der am beschten direkt zu Bollendorf un.
Den Dr. Momen schwätzt iwwer d’Bahâ’i Gemeng an d’Gesellschaft am Wandel vun der Zäit an den Här Poostchi
iwwer de Prozess vun der Vergeeschtegung a seng Uwendung am deegleche Liewen. Wéi gesot dir kënnt komme
vu Freides owes bis Méindes Mëttes. Fir Iessen an Drénken ass gesuecht.
An elo e bëssen iwwer dat neit Buch vum Kambiz Poostchi: Gëllen Âppel, Spigelbiller vum Liewen. D’Buch ass eng
Sammlung vu Geschichten, Gedichter a Wuertspiller. Et huet sechs Deeler, ugefaang mat der Jugend an dem Alter
an aner Saachen déi eist d’Liewe bestëmmen. Dann en Deel iwwer Wäisheeten, Dreem an Ziler an anere
perséinleche Saachen. Duerno en Deel iwwer d’Laachen, d’Gléck an d’Freed an aner Saachen déi eis erhiewen. Als
véierten Deel hu mer d’Sichen, d’Léieren, d’Wuessen an aner verdéiwend Saachen. Bal zum Schluss dann iwwer
friem Leit, Frënn, d’Gemeinschaft, een deen anere begéinen an aner Saachen déi eis matenee verbannen an zum
Schluss da Wäisheeten a Spréch, Gedichter a Gedankesplitter an aner besënnlech Saachen. An eisem Liewen hale
mir eis also mat Saachen op, déi eist d’Liewe bestëmmen, Saachen déi eist d’Liewen erhiewen, Saachen déi eist
d’Liewe verdéiwen, eist d’Liewe méi räich maachen, Saachen déi eis matenee verbannen a Saachen déi eis zum
Nodenken ureegen.
Iwwer d’Paradis soen d’Bahâ’i Schrëften:,, Wann s du der e Palast am Paradis wënschs, da maach däin Doheem zu
enger Plaz wou d’Frënn sech begéine kënnen.
„Kreatvitéit ass dFäegkeet, aus bekannten Informatiounen nei Kombinatiounen ze man. “
De Biolog Edwin Conklin sot d’Entstehung vum Liewen op der Äerd mam Zoufall wëllen ze erklären heescht sech
vun der Explosioun vun enger Dréckerei d’Zustanekomme vun engem Lexikon ze erwaarden.
En däitscht Spréchwuert seet: „ Waart ni bis de Zäit hues. “
Den Churchill huet gesot: ,,£/ muss ee Gefalle fannen un deem wat ee mécht. Et huet kee Sënn, nëmmen dat ze man,
wat engem gefält. “
De Gotthold Ephraim Lessing schreift:,, Dee Luesten, dee säin Zil net aus den Ae verléiert, geet ëmmer nach méi
séier wéi deen, deen ouni Zil doruechter rennt. “
Den Einstein sot: „Deen, dee sech neméi wonnere kann, ass séilesch schonn dout. “
A vläicht nach dëse Satz vum Khalil Gibran, iwwer dat wat mer wëlle gesinn. Hie schreift a sengem Buch Der
Prophet: „D Fil, dären hir Aen, déi sech op d’Nuecht beschränken, am Dag erblannen, kann net dat hellegt
Geheimnis vum Liicht entschleieren. “
200 D’Roll vun der Fra
200t Sendung, 27ten an 28te Februar 2004. An de Bahâ’i Schrëfte fanne mer eng ganz Rei vun Texter zu der
Stellung vun der Fra am Bahâ’i Glawen. Hei elo e puer ausgewielten Texter aus enger Zesummestellung vum
Département de Recherche vum héchste Gremium an dem Buch: La grandeur qui pourrait ëtre la ieur.
1 S.l 75, Goldene Âpfel, Kambiz Poostchi, Horizonte Veriag
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 142 -
Reflexiounen iwwer konkret Aktioune vun der véierter Weltkonferenz vun de Vereenten Natiounen iwwer d’Fraen,
1995 zu Beijing a China.
'Abdu'l-Bahâ schreift: ,, Den Zäitgeescht wëllt, dass d 'Frae Progrès maachen an hir Missioun an alle Spaarte vum
Liewen erfëllen, an esou gläich gi mat de Männer. Si musse gläich sinn an vun de selwechte Rechter profitéieren.
Dat ass mäin éierlecht Gebiet an ee vun de grousse Prinzipie vu Bahâ ’u ’llâh. “
Weider seet hien: „ D ’Mënschheet kritt Zougank zum Gléck wann d ’Fra an de Mann hir Beméiungen koordinéieren
an op gläichem Fouss Progrès maachen, well jiddereen ass d’Ergänzung an de Begleeder vum aneren. “
„Soubal dFrae voll a ganz a gläichberechtegt mat de Männer d'Affairë vun der Welt matgestalten, soubal se
zouversiichtlech a kompetent déi grouss Arena vum Recht an der Politik betrieden, wäerten d’Kricher ophalen. “
„Fréier gouff d’Welt vun der Kraaft regéiert... mee d’Gewicht verleet sech schonn; d’Kraaft verléiert vu senger
Stellung, an d’Flénckheet vum Geescht, d’Intiutioun an déi geeschteg Qualitéite vun der Léift a sech kënnen enger
Saach ganz higinn, all dës Saachent déi d’Fra charakteriséieren, kréien ëmmer méi Gewiicht. “
„ Wéi de Vull brauch d’Mënschheet zwee Flilleken, deen ee männlech, deen anere weiblech. Wann déi zwee
Flilleken net déi gläich Stäerkt hunn an net vun enger gemeinsamer Kraaft gedriwwe sinn, kann de Vull net an den
Himmel fléien. “
„Soulaang eng wierklech Gläichheet tëschent Männer a Fraen net voll a ganz realiséiert ass, kann d’Mënschheet
op keng Manéier hiren héchste Grad vu sozialer Entwécklung erreechen.
„... Et duerf keen Ënnerscheed tëschent der Erzéiung vun engem Jong an engem Meedche ginn, ... A fréieren Zäiten
war d’Mënscheet netperfekt an net efficace well se net vollstänneg war. De Krich an hir Verwüstungen hunn d’Welt
verdonkelt; d’Erzéiung vun der Fra ass e grousse Schrëtt no firfir de Krich ofzeschafen well d’Fra wäert all hiren
Afloss géint de Krich benotzen. D ’Fra erzitt d’Kand an déi Jugendlech bis dass si Erwuesse sinn. Si wäert sech
weigeren hir Kanner als Sacrifice an de Krich ze ginn. A Wierklechkeet, wäert si dee gréisste Facteur sinnfir
universelle Fridden an internationalen Arbitrage. D ’Fra wäert sécher d’Kricher ënnert der mënschlecher Rass
ofschafen. “ 1 2 3
Souwäit e puer Zitater aus de Bahâ’i Schrëften zu der Roll vun der Fra an eiser Gesellschaft an hire Bäitrag zum
Fridden. Interessant ass et festzestellen, dass dës Wierder méi wéi honnert Joer al sinn an das haut op deene Plaze
wou Konflikter op der Welt sinn, d’Fra meeschtens ganz wéineg Erzéiung krut an esou och bal keen Afloss an der
Politik huet.
Hei am Land ass et d’Union luxembourgeoise des femmes bahâ ’ies déi sech fir d’Chancegläichheet vun de Fraen
asetzt. Méi Informatioune kritt dir vun der Madame Jutta Bayani um 312295. ’ Zu Steesel invitéieren iech d’Famill
Nau op en Owend iwwer d’Fra, an dat de 5te Mäerz. Fir eng Invitatioun loosst hinnen einfach e Message um
334210.
201 Den Europäesche Bahä’f Business Forum
201t Sendung, 5ten a 6te Mäerz 2004. D’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i. Haut mat engem Interview
mam Serge Thill iwwer eng nei Associatioun zu Lëtzebuerg, den europäesche Bahâ’i Business Forum.
Um Mikro de Jean-Marie Nau.
202 Fraepräis fir d’Bani Dugal, Bahâ’i Vertriederin vun der Bahä’I International Community bei der UNO
202t Sendung, 12ten an 13te Mäerz 2004. D’Haaptvertriederin vun der internationaler Bahâ’l Gemeng bei de
Vereenten Natiounen, d’Madame Bani Dugal, krut de Präis Fraen hëllefe Fraen, an dat vun der intemationaler
Fraenorganisatioun Soroptomist. Dës Organisatioun ass och zu Lëtzebuerg vertrueden a steet ënnert dem Haut
Patronage vun hirer Altesse Royale d’Grande-Duchesse Maria Theresa. Dëse Präis koum an de leschte Woche
1 La grandeur qui pourrait ëtre la leur, Introduction, 1995, BIC
2 ‘Abdu’l-Bahâ, The Promulgation of Universal Peace, p.108
3 Fondée en 1986, elle fut constituée en asbl en 1991. Ses membres viennent d'une grande diversité de milieux
culturels et de couches sociales. Son but est de promouvoir l'égalité de chances des femmes â tous les niveaux de la
société et de les encourager â développer leurs facultés intellectuelles, matérielles et spirituelles. Pour atteindre ce
but, elle organise périodiquement, seule ou avec d'autres organisations féminines, des conférences, des ateliers de
travail, des activités culturelles etc., qui sont également ouverts aux hommes. Elle participe de mëme aux débats
d'orientation sur des questions touchant l'intérët des femmes qui sont organisés par le Parlement luxembourgeois.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 143 -
virum intemationale Fraen Dag, den 8te Mäerz, eng Geleeënheet, déi vu ville Bahâ’i Gemengen uechtert d’Welt
beuecht gëtt.
De Präis Fraen hëllefe Fraen ass ee vun dräi Präisser vum Programm: En Ënnerscheed fir Frae maachen, 1986 vun
de Soroptimisten etabléiert fir d’Aarbecht vun deenen unzeerkennen, déi fir d’Verbessemng vum Statut vun de
Fraen an der Gesellschaft schaffen. Soroptomist International ass eng Fraenorganisatioun déi et scho 70 Joer gëtt, a
wéi gesot, bei eis am Land ginn et si schonn eng etlech Joeren.
Iwwer d’Bani Dugal, déi de Präis kmt, seet d’Presidentin vun der Präiszereomie: “Hir Sensibilitéit an hiren
Erfolleg bei Gender- an interkulturelle Relatioune sinn am Zentrum vun hirer Fäegkeet, net nëmmen als eng Fra
déi Fraen hëlleft, mee si hëlleft och Fraen, an Zesummenaarbecht, dass si aner Fraen hëllefen. “
D’Madame Dugal gouf och viru kuerzem zur Presidentin vum ONG Comité vum Status vun de Frae bei de
Vereenten Natioune gewielt, an dëst weist hiert diplomatescht Verhale wat déif an hirer Séil läit.
Dëse Präis ass fir Fraen, déi bestänneg an op eng efficace Manéier hir Ressource benotzen, hir Talenter an hiren
Afloss, fir aner Fraen ze hëllefen hiert d’Potential ze erreechen.
Bei der Präisiwwerreechung huet d’Madame Dugal hire Präis akzeptéiert, an zwar am Numm vun all de Fraen an
der Welt déi dofir schaffen een deem aneren ze hëllefen, vimnzekommen an deeselwechte Status mat de Männer ze
genéissen. Si sot wéi wichteg et ass déi intemational Mechanisme vun de Mënscherechter ze benotzen, fir Fraen an
hirem Weiderkommen ze hëllefen. „ Vill Frae kennen hir Rechter net, an anerer mengen dës Rechter wieren
abstrakt an onerreechbar, “ sot d’Madame Dugal. „ Wärend Aktivismus an de leschte Joer de Fraerechter vill
Opmierksamkeet ginn huet, ass elo d Erausfuerderung fir dës Rechter méi zougänglech ze maachen, an deems
d’Strategien an d’Verspriechen, déi d ’Regierunge gemaach hunn, elo implementéiert ginn. “ Fir d’Rechter vun de
Fraen ze verbesseren, brauch een eng Erzéiung déi Wäert drop leet, dass ee sech muss bewosst ginn, dass
d’Interesse vun de Männer an de Jonge verbonne si mat deene vun de Fraen. En Zitat aus de Bahâ’i Schrëften: „Sou
laang d’Fraen dru gehënnert ginn hir héchste Bestriewungen ze erreechen, sou laang wäerten d’Männer net kënnen
déi Gréisst realiséieren, déi hir kéint sinn.
„Eis Aufgab ass kloer“, sot d’Madame Dugal „an zesummen, andeems mir een deem aneren hëllefen, kënne mer eis
Dreemfir eng besser Zukunft fir d’Fraen an d’Männer realiséieren. “
Dofir wëll ech gären all de Fraen hei zu Lëtzebuerg, déi sech fir gläich Rechter vu Fra a Mann asetzen, Merci soen,
an och iech Radio ARA Nolauschterinnen, e wonnerschéine Weekend, äre Jean-Marie.
203 Peace Factory
203t Sendung 19ten an 20te Mäerz 2004. Dëser Deeg haten de Grupp AGIR, am Kader vum Festival de l’imigration
um Lampertsbeierg, op en Diskussiounsowend agelueden, fir iwwer d’Thema Erzéiung zum Fridden ze schwätzen.
Déi verschidde Reliounen, dorënner och de Bahâ’i Glawen, hu sech kuerz virgestallt, an dat mat enger Auswiel vun
Texter zum Thema Fridden. Et war guer net sou einfach ze héieren, wat dëse Gmpp AGIR dann eigentlech
zesumme fir de Fridde konkret mécht. At ass éischter esou dass déi eenzel Reliounsgemeinschaften hei am Land
ganz vill ënnert sech bleiwen. Ganz gutt war awer d’Iddi fir zwou Initiative fir de Fridden zu Lëtzebuerg ze
invitéieren fir iwwer hire Projet ze schwätzen. Ech wëll haut kuerz ee sou e Projet virstellen: D ’Peace Factorv, e
praktesche Laboratoire fir jonk Leit tëschent 12 a 15 Joer. ...
204 ‘Abdu’l-Bahâ a seng Stellung am Bahâ’I Glawen 1 2
204t Sendung, 26ten a 27te Mäerz 2004. 'Abdu'l-Bahâ ass e Personage deen eng eenzegaarteg Stellung an der
Geschicht vun der Mënschheet huet. Keng aner Relioun vimm Bahâ’i Glawen hat eng Figur, deen ee ka mat
'Abdu'l-Bahâ vergläichen. Dass Bahâ’u’llâh d’ Bahâ’i Gemeng no sengem Doud ënnert dem Schutz vun 'Abdu'l-
Bahâ gesat huet, ass eng onbeschreiflech Gnod. Net nëmmen huet Bahâ’u’llâh der Mënschheet eng sublim
Offenbamng ginn, mee hien huet hir och säin eegene Jong ginn. An hie sot dass duerch säi Wëssen a seng Wäisheet,
d’ganz Mënschheet géif erliicht ginn. Et ass schwéier fir eis och nëmmen eng Iddi vun der Gréisst vum Bahâ’i
Glawen ze maachen, ouni eis bewosst ze sinn, wéi eng eenzegaarteg Stellung 'Abdu'l-Bahâ huet.
1 "I quote from the Baha'i writings: 'As long as women arepreventedfrom attaining their highestpossibility, so long will men be unable to achieve the greatness which might be
theirs.'"
2 Ruhi, Livret 2, se lever pour servir, p. 64, Palabra Publications
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 144 -
Fir d’éischt emol ass 'Abdu'l-Bahâ de Mëttelpunkt vum Bahâ’u’llâh sengem Bündnes. D’Muecht vun dësem
Bündnes vereent d’Bahâ’i Gemeng a schiitzt se virun Attacken, géint eng Zerdeelung a géint d’Opléisung. Et ass
d’Muecht vum Biindnes déi d’Victoire garantéiert.
Am Fong ass et d’Biindnes wat Bahâ'u'llâh mat sengen Unhänger gemaach huet, dat vun eis all verlaangt, dass mir
eist d’Häerz 'Abdu'l-Bahâ zoudréien an Him voll a ganz trei sinn. 'Abdu'l-Bahâ ass dëst Zentrum. An no Him, esou
steet et a sengem Testament, ass et Shoghi Effendi, den Hidder vun der Saach Gottes, deen d’Zentrum ass, deem
mir eis mussen zoudréien. Haut ass d’Zentrum vum Glawen d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet, wat nom
ausdrécklechen Uerder vu Bahâ’u’llâh etabléiert gouf, a vu kloeren Uweisunge vun 'Abdu'l-Bahâ an dem Hidder.
Zweetens ass 'Abdu'l-Bahâ den onfeelbaren Ausleeër, Porte-Parole an Interpret vu Bahâ’u’llâh sengem Wuert. Sou
grouss ass d’Offenbarung vu Bahâ’u’llâh, sou déifgräifend sinn d’Bedeitunge vun all deem wat Hie gesot huet, dass
Hien et fir néideg fonnt huet, no Him en Interpret ze loossen, an deen Hie selwer géif inspiréieren. Am Laf vun de
kommende Generatioune, kann d’Mënschheet d’Léiere vu Bahâ’u’llâh verstoen, an deems si d’Interpretatioune vun
'Abdu'l-Bahâ studéieren, déi Hien a senge Schrëfte ginn huet. No 'Abdu'l-Bahâ ass den Hidder den Ausleeër vu
Bahâ’u’llâh senge Schrëften; a sengem Wierk gouf d’Aufgab vun der Ausleeung fäerdeg gemaach, a keen huet
d’Autoritéit, d’Wierder vu Bahâ’u’llâh wärend senger ganzer Zäit ze interpretéieren.
Mir mussen eis bewosst sinn, dass doduerch dass Bahâ’u’llâh eis no Him en Ausleeër vu senge Schrëfte gelooss
huet, eng Persoun déi hie selwer genannt huet, dass Hien doduerch der Bahâ’i Gemeng en immensen Déngscht
erwisen huet. Fréier gouf all Relioun an eng selleche Sekte gedeelt, an dat well et un enger Autoritéit gefeelt huet,
zu där all déi Gleeweg sech riichte konnten, wa si sech net eens waren iwwer d’Bedeitung vu Passagen aus hiren
hellege Bicher. An dëser Zäit dogéint, wann et eng Onsécherheet iwwer d’Bedeitung vun Texter vu Bahâ’u’llâh
gëtt, dréint jidderee sech zu den Interpretatioune vum 'Abdu'l-Bahâ a vum Hidder. Wann dann nach en Zweiwel
besteet, kann ee sech un d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet riichten, fir Kloerheet ze kréien. Domat bleift
also keng Plaz méi fir sech iwwer de Sënn vun de Léieren ze streiden an d’Eenheet vum Glawe gëtt geschützt.
An drëttens ass 'Abdu'l-Bahâ d’perfekt Beispill vu sengem Papp senge Léieren. Obscho mir ni wäerten sou eng
Perfektioun erreechen, solle mer awer 'Abdu'l-Bahâ ëmmer als e Modell huelen an eis beméien sech e Beispill un
Him ze huelen. Wa mer d’Schrëften zum Thema Léift studéieren, brauche mer eis nëmmen 'Abdu'l-Bahâ
zouzedréien, an eis un Him e Beispill huelen a mir wäerten d’Essenz vun der Léift an der Frëndlechkeet gesinn.
Genau sou ass et wa mer versichen ze verstoen wat Rengheet, Gerechtegkeet, Opriichtegkeet, Freed a Generositéit
bedeiten, brauche mer nëmme säi Liewen ze kucken, a mir wäerte gesinn, wéi Hien dës Eegeschafte bis zur
Perfektioun gewisen huet.
Dat wat Hien awer besonnesch ausgezeechent huet, war säin Déngscht un der Mënschheet. Den Numm 'Abdu'l-
Bahâ heescht Dénger vu Bahâ. Säi gréisste Wonsch war deen, behëlleflech ze sinn, an anere kënnen en Déngscht
erweisen.
205 D’ Fräiheet am Bahä’t Glawen
205t Sendung. An dëser Emissioun hunn ech an de Bahâ’i Schrëften nom Wuert Fräiheet gesicht. Hei e puer
Gedanken déi mer besonnesch gutt gefall hunn.
Eng Aktivitéit déi am engste verbonnen ass mam Gewëssen, déi der mënschlecher Natur eegen ass, ass d’Fäegkeet
selwer d’Realitéit ze erfüerschen. D’Fräiheet de Sënn vun der Existenz ze sichen a seng potentiell Talenter ze
entwécklen, déi sou en Zil géife méiglech maachen, muss beschützt ginn. D’Mënschen hunn d’Recht fräi u Wëssen
ze kommen, ... och wann dëse fräien Zougank an eiser haiteger Gesellschaft net ëmmer ginn ass.
Dësen eenzegartegen Elan vum mënschleche Gewëssen ass déi moralesch Gerechtfertegung vun enger Rei vu
Rechter déi an der universeller Deklaratioun an op aner Plaze geschriwwe sinn. D’Recht dass jiddereen eng
Erzéiung kritt, d’Fräiheet sech ze beweegen, den Zougank zur Informatioun an d’Méiglechkeet um politesche
Liewen deelzehuelen sinn alles Aspekter déi eng ausdrécklech Garantie vu säitens der intemationaler Gemeng
brauchen. Esou ass ass et och mat der Fräiheet vum Denken am Glawen, wouranner d’reliéis Fräiheet ass, an och
d’Recht Meenungen ze hunn an déi richteg auszedrécken. 1
,, D ’Eenheet vun der mënschlecher Rass, sou wéi Bahâ ’u ’llâh se virgesinn huet, gesäit d’Schafung vun enger
universeller Federatioun vir, an där all Natiounen, Rassen, Klassen a Glawensrichtungen enk mateneen an definitif
vereent sinn; wou d’Autonomie vun de Memberstaaten, an d’perséinlech Fräiheet sou wéi d 'lnitativ vun den
Eenzelnen komplett a fir ëmmer geschiitzt wäerte sinn. “ 2
1 MUJ, vers une humanité prospère.
2 Shoghi Efendi, Appel aux Nations
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 145 -
„Wat déi Leit ugeet, déiperforce a mat alle Mëttelen d’Fräiheet verlaangen: sief dat hei gesot: eng moderéiert
Fräiheet, déi d’Wuel vun der Mënschheet garantéiert, déi d’Bezéiungen um Niveau vum Universum häibehält a
preservéiert, dës Fräiheet ass an all senger Kraaft an Ausmooss an de Léiere vu Bahâ ’u ’llâh enthalen. “ !
„Déi Aufgab, déi haut de wichtegste Regierunge ginn ass, ass déi, universelle Fridden ze schafen, well am Fridde
läit d’Fräiheet vun alle Vëlker. “ 1 2
„Kuckt gutt, wéi d’Erzéiung an d’Kënschte vun der Zivilisatioun engem Vollek a senger Regierung Éier, Wuelstand,
Onofliängekeet a Fräiheet bréngen. “ 3
Eng vun de Léiere vu Bahâ’u’llâh ass d’Fräiheet vum Mënsch; „... sou laang de Mënsch Prisonéier vun der Natur
ass, ass hien e wëllt Déier, well de Kampf ëm d’Existenz ass eng vun de Fuerderunge vun der Welt vun der Natur. 4
De Wee vun der Natur ass dee wou dat animalescht regéiert. D ’Déier handelt en accord mat den Noutwendegkeete
vun der Natur, geet sengen eegenen Instinkten a sengen eegene Wënsch no. Wat och ëmmer seng Impulser a seng
Zouneigunge sinn, hien huet d’Fräiheet déi ze befriddegen; awer, hien ass e Gefaangene vun der Natur. Hien kann
net een Hoer vum Wee ofwäichen, deen d’Natur him ginn huet. “
206 Ridvan - 21sten Abrëll - D’Bahâ’i feieren hire wichtegsten Dag
206t Sendung, 9ten an lOten Abrëll 2004. D’Membere vun de verschidde Bahâ’i Gemengen am Land, geneesou wéi
an dausende vu Plazen uechtert d’Welt, feieren de Mëttwoch, 21sten Abrëll als e Feierdag. Et ass den Ufank vun
engem reliéise Festival dat sech iwwer 12 Deeg streckt. Et heescht Ridvan, wat souvill wéi Paradis bedeit.
Den éischten Dag vu Ridvân, den 21sten Abrëll ass dee wichtegsten Dag am Joer flr eis. Et ass den Anniversaire
vun der Zäit am Joer 1863, wou Bahâ'u'llâh, de Begrënner vum Bahâ’i Glawen, fir d’éischt seng Missioun bekannt
ginn huet. Zënter där Zäit, also 1863, also a just iwwer 131 Joer ass de Bahâ’l Glawen déi am zweetmeescht
verbreete Relioun nom Chrëschtentum ginn a fiert weider ze wuessen a sech ze verbreeden. Méi iwwer déi eenzel
Feierlechkeeten hei am Land an eisen nächsten Emissiounen.
Ridvân ass och d’Zäit wou déi lokal Réit gewielt ginn, déi sech fir ee Joer ëm d’Affäre vun der jeeweileger Gemeng
bekëmmeren. Well de Bahâ’i Glawe kee Clergé huet oder Leit mat Leadership Positiounen, spillt dëse Gremium, de
lokale Bahâ’i Rot, eng Schlësselroll. Wéi all Bahâ’l Walen, fannen se an engem Geescht vu Gebiet statt. Virun de
Wale ginn et keng Nominatiounen an all déi groussjäreg Memberë vun der Gemeng schreiwen op e wäisse
Walziedel d’Nimm vun de Leit, déi si mengen am beschten hirer Gemeng en Déngscht erweisen ze kënnen.
An da wollt ech nach kuerz en neit Buch vum bekannte Philosoph Keith Ward virstellen. Et ass eng
Erausfuerderung un all déi mengen, d’Relioun hätt keng Roll méi an eiser haiteger Welt ze spillen. D’Buch ass op
englesch mam Titel: The Case for Religion. Hei e bësse Luef vun de Kritiker: A brilliant Buch wat sech gutt liest fir
reliéis Leit an déi déi sech als netreliéis bezeechnen. E Buch iwwer d’Thema vun eiser Zäit; d’Wichtegkeet vun de
Reliounen trotz allem wat se net erreecht hunn.
Den Auteur, Keith Ward verteidegt Relioun virun der Uklo vu souville Wëssenschaftler dass Relioun keng
Daseinsberechtegung méi huet, dass se geféierlech an intolerant ass. Den Auteur ënnersicht d’Wierker vu
Schrëftsteller, Philosophen, Psychologen a Soziologe vun héchstem Rang, dorënner och de Karl Marx, de Sigmund
Freud an den Emile Durkheim. A senger Défense fir d’Relioun bréngt en eis eng rational Rechtfertigung fir reliéise
Glawen. Hie weist eis wéi Glawen eis Weltusiichte kann dramatesch änneren an eisem Liewen en neie Sënn an
Zweck ka ginn. Mee hie wamt eis awer och dass et néideg ass dass déi reliéis Traditioune sech ännere mussen;
anstatt dass d’Relioune sech an d’Hoer kréien, matenee streiden a matenee konkuréieren, mussen se fir d’éischt méi
tolerant ginn a Verständnes weisen. Si mussen eng global reliéis Siicht akzeptéieren. Op deem Choix, schreift den
Auteur, hänkt d’Zukunft vun der Relioun of, a vläicht d’Zukunft vun eiser Welt selwer.
Méi iwwer d’Buch fannt dir um Intemetsite: www.oneworldpublications . D’Buch heescht: The case for religion,
erausgi vu oneworldpublications, Auteur: Keith Ward
207 Wie schreift d’Zukunft? Deel 1/10
207t Sendung, 16ten a 17ten Abrëll 2004. Den 28te Mee 1992 hu sech d’Volleksvertrieder vu Brasilien zu enger
extraer Sëtzung getraff. Ulass dofir war den honnertste Joresdag vum Doud vu Bahâ’u’llâh, deem säin Afloss an der
1 Sélections des ècrits de ‘Abdu ’l-Bahâ - m.e.b. édition 1983 -227
2 ‘Abdu ’l-Bahâ, Le secret de la civilisation divine
3 idem
4 ‘Abdu ’l-Bahâ, Les bases de l ’unité du monde
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 146 -
gesellschaftlecher an intellektueller Landschaft vun der Welt ëmmer méi Vertraue fënnt. Et ass kloer dass dem
Bahâ’u’llâh seng Botschaft vun der Eenheet déi brasilianesch Gesetzgeber zu déifst beréiert huet. Wärend dëser
aussergewéinlecher Sëtzung hu Vertrieder vun all de Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, deene Schrëften
hire Respekt ausgesprach; Schrëften, déi ee vun den Deputéierten als „ dat ëmfassenst reliéist Wierk aus der Fieder
vun engem eenzege Mënsch “ bezeechent huet. De Respekt vun den Deputéierten huet och enger Zukunftsvisioun fir
eise Planéit gegollt; eng Visioun déi „materiell Grenzen iwwerschreit“ an - wéi en Deputéierte sot - eng Visioun
„déi sech un d’ganz Mënscheet geriicht huet, ouni kleng Ënnerscheeder tëschent Natiounen, Rassen, aneren
Ofgrenzungen oder Glawensrichtungen ze maachen “.
Dëse Luef vun der brasilianescher Chamber war ëm sou méi beandrockent vu dass am Gebuertsland dem
Bahâ’u’llâh säi Wierk weiderhi vun der muslemescher Geeschtlechkeet, déi den Iran regéiert, batter condamnéiert
gëtt. Deenen hir Virgänger ware verantwortlech fir seng Verbannung a Gefaangeschaft an der Mëtt vum 19te
Jorhonnert, genee sou wéi fir d’Massaker un Dausende vun deene Mënschen, déi dem Bahâ’u’llâh seng Idealer vun
der Verännerung vun der mënschlecher Liewensweis an der Gesellschaft gedeelt hunn. Zur gläicher Zäit, wou a
Brasilien d’Feierlechkeeten amgaange waren, liewen am Iran 300.000 Bahâ’i, déi sech geweigert hunn, hir
Glawensgrondsätz opzeginn; Glawensgrondsätz, déi vum gréissten Deel vun der Welt héich gelueft ginn, déi de
Bahâ’i am Iran awer Verfollegungen, Entbierungen an, an ze ville Fäll, och Verhaftungen an den Doud bréngen.
Änlech Oppositioun charakteriséieren oft d’Astellunge vu verschiddenen totalitäre Regimer am Laf vum leschte
Jorhonnert. Mee wat stécht an esou enge Léieren, déi sou verschiddenaarteg Reaktiounen opgeworf hunn? 1 Méi
dozou an eiser nächster Emissioun an enger Woch.
208 Wie schreift d’Zukunft? Deel 2/10
Wie schreift d’Zukunft war d’Thema mat deem mer d’lescht Woch ugefaang hunn. Sou heescht den Titel vun engem
Statement wat déi international Bahâ’i Gemeng viru kuerzem erausginn huet, mat dem Ënnertitel: Nodenken iwwer
d ’20t Jorhonnert.
Wéi ass et dass d’Léiere vu Bahâ’u’llâh, Begrënner vum Bahâ’i Glawen, sou verschiddenaarteg Reaktiounen an der
Welt opwäerfen? A Brasilien gëtt Hien an enger aussergewéinlecher Sëtzung an der Chamber geéiert, säi Wierk gëtt
gelueft als dat ëmfaassenst reliéist Wierk aus der Fieder vun engem eenzege Mënsch. An zu gläicher Zäit, sinn am
Iran Membere vum Bahâ’i Glawen am Prisong, well si hir Glawensgrondsätz net wëllen opginn; well si sech
einfach als Bahâ’i bekennen.
I. Den Haaptgrond vun deem wat Bahâ’u’llâh der Welt bruecht huet, ass d’Erklärung vun der Wierklechkeet als
eppes, wat primär geeschteger Natur ass, an d’Duerstellung vun de Gesetzer, déi d’Fonktionéiere vun dëser
Wierklechkeet beherrschen. [ Also d’Wierklechkeet, d'Realitéit ass an der Haaptsaach geeschteger Natur. Dat seet
Bahâ ’u ’llâh. An dës geeschteg Wierklechkeet baséiert, geneesou wéi déi materiell Wierklechkeet, op Gesetzer. A
Bahâ ’u ’llâh bréngt eis d’Gesetzer, déi bei dës geeschteg Wierklechkeetpassen.] 2 Dës Duerstellung vun de Gesetzer
betruecht net nëmmen den eenzelne Mënsch als e geeschtegt Wiesen, als eng Séil mat Vemonft, mee betount
nodrécklech, dass alles dat wat mir Zivilasatioun nennen, och e geeschtege Prozess duerstellt. E Prozess, an deem
de mënschleche Verstand an d’mënschlech Séil ëmmer méi komplex an effizient Mëttelen entwéckelt hunn, fir hir
moraleschen an intellektuelle Fäegkeeten, déi an hinne sinn, zum Ausdrock ze bréngen.
Wärend Bahâ’u’llâh déi herrschend Dogme vum Materialissem net akzeptéiert, offréiert Hien eng ganz
entgéigegesaten Interpretatioun vun der Geschicht. D’Mënschheet - Feilspëtzt vun der Evolutioun vum
Bewosstsënn - duerchleeft Stadien, déi mat den Entwécklungsphase vun engem Säugling, engem Kand a
Jugendleche am Liewe vun all Mënsch vergläichbar sinn. Dës Rees huet eis bis bei d’Schwell vun enger Maturitéit
bmecht, eng Räifheet op déi mir laang gewaart hunn, d’Eenheet vun der mënschlecher Rass. Kricher, Ausbeutung a
Vimrteeler, déi typesch ware fir d’Etappe vun der Immaturitéit, sollten eis net zur Verzweiwelung bréngen, mee
sollten eis dozou ureegen, eis Responsabilitéiten ze huelen, déi mat eiser kollektiver Maturitéit verbonne sinn.
Wéi Bahâ’u’llâh sech un déi politesch a reliéis Leadere vu senger Zäit geriicht huet, huet Hien d’Entdeckung vun
neie Ressourcen annoncéiert, onendlech méi staark, wäitaus méi wéi d’Generatioun vu senger Zäit sech konnt
virstellen; Ressourcen, déi der Mënschheet geschwënn d’Mëttele kënne ginn, d’materiellt Liewe vum Planéit ze
veränneren. Weider sot Hien, dass et essentiell wier dësen zukënftege materielle Fortschrëtt am Déngscht vun
ekonomeschem a soziale Fortschrëtt ze benotzen. Wann nationalistesch a sektäresch Konflikter dat verhënnere
sollten, da wäert de materielle Fortschrëtt net nëmme Virdeeler, mee och bis elo ni virgestallte negativ
Konsequenzen hunn. E puer vun dëse Wamungen, déi Bahâ’u’llâh formuléiert huet, erënneren eis un däischter
Evenementer an onsem eegenen Zäitalter. „Komesch, erstaunlech Saache ginn et an derÂerd“, huet Hien eis
1 Wer schreibt die Zukunft ? Nachdenken über das 20. Jahrhundert, ein Statement der Bahâ ’i Intemational Community, 1999
2 A Klammere si meng Ergänzungen zum Text.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 147 -
gewamt. „ Dës Saache sinn amstand, déi ganz Äerdatmosphäre ze verwandelen, an eng Verseuchung mat der Âerd
wär déidlech. “
An eiser nächster Emissioun kucke mer eng zentral Fro, déi jidderee sech stelle sollt: wéi kënne mer d’Grondlage fir
eng global Gesellschaft schafen, eng Gesellschaft, déi d’Eenheet vun der mënschlecher Natur erëmspigele kann?
209 Wie schreift d’Zukunft? Deel 3/10
An de leschten zwou Emissiounen hu mer gesinn, wéi d’Léiere vu Bahâ’u’llâh an der Welt ganz verschiddenaarteg
Reaktioune mat sech bréngen. Bahâ’u’llâh, Begrënner vum Bahâ’i Glawen, seet dass d’Wierklechkeet an éischter
T.inn geeschteger Natur ass. An am Bahâ’i Glawe fanne mer d’Gesetzer op deenen dës Wierklechkeet baséiert. Eent
vun dëse Gesetzer ass d’Prinzip dass d’Mënschheet, geneesou wéi am Liewe vum Mënsch, eng Rei vu Phasen
duerchgeet, an das mir haut als Mënschheet erwuesse ginn, och wann et op den éischte Bléck net duerno ausgesäit.
Wat mir haut am dréngenste brauchen, sinn d’Grondlage fir eng global Gesellschaft ze schafen, eng Gesellschaft,
déi d’Eenheet vun der mënschlecher Natur erëmspigele kann.
D’Vereenegung vun den Awunner vun der Äerd ass weder eng utopesch Visioun, déi wäit ewech ass, an och keng
Affaire, bei där mir iwwerhaapt keng Wiel hunn. Dës Vereenegung ass déi nächst onauswäichlech Etapp am
gesellschaftlechen Entwécklungsprozess, eng Etapp, zu där eis all d’Erfarunge vun der Vergaangenheet an der
Géigewaart histeieren. Eréischt wann d’Existenz vun dëser Tatsaach erkannt an an Ugrëff geholl gëtt, kënnen déi
quälend Problemer, déi eise Planéit huet, geléist ginn. Well all déi wesentlech Erausfuederunge vum Zäitalter, an
deem mir sinn, si global an universell a beschränke sech net op Eenzelaspekter oder Regiounen.
Déi selleg Textstellen an de Schrëfte vu Bahâ’u’llâh an deenen et ëm d’Erreeche vun der Maturitéit vun der
Mënschheet geet, sinn duerchdronge mat der Liichtmetaphorik, déi d’Kraaft vun der Eenheet ausdréckt: Hie seet:
„Sou mächteg ass d’Liicht vun der Eenheet, dass si déi ganz Âerd erliichte kann. “ Dës Ausso stellt eis haiteg
Geschicht an eng Perspektiv, déi sech staark ënnerscheet vun der virherrschender Usiicht vum Enn vum 20te
Jorhonnert. Dës Feststellung féiert eis dozou, an all dem Leed an dem Zerfall vun onserer Zäit d’Wierke vu Kräften
ze erkennen, déi dat mënschlecht Bewosstsënn fir eng nei Etapp vun eiser Evolutioun fräimaachen. Dës Feststellung
rifft ons dozou op, d’Evenementer vun de leschten honnert Joer ze iwwerdenken, geneesou wéi d’Wierkung, déi dës
Entwécklungen op déi ënnerschiddlech Vëlker, Rassen, Natiounen a Gemeinschaften haten.
Wann, wéi Bahâ’u’llâh betount, „d’Wuel vun der Mënschheet, hire Fridden a Sécherheet... onerreechbar (sinn),
wann a sou laang wéi hir Eenheet net fest begrënnt ass dann ass et verständlech, firwat d’Bahâ’i dat 20t
Joerhonnert - mat all senge Katastrophen - als d’Jorhonnert vum Liicht betruechten. Well déi lescht honnert Joer
waren Zeie vun engem Wandel, souwuel vun der Aart a Weis, wéi d’Mënschen ugefaangen hunn, eis gemeinsam
Zukunft ze plangen, mee och d’Aart a Weis, wéi mir ufänken, eis een deen aneren ze betruechten. Dës zwee
Prozesser konnt een an der Entwécklung zur Eenheet erkennen. Changementer, déi net ënnert der Kontroll vun den
existéierenden Institutioune louchen, hunn d’Féierungskräfte vun der Welt dozou gezwongen, nei Systemer vu
globaler Organisatioun ze initiéieren, déi am Ufank vum Jorhonnert noch ondenkbar gewiescht wieren. Wärend
deems, hu Gewunnechten an Astellungen opgehalen, déi Mënschen an Natioune getrennt haten, an dat wärend zech
Jorhonnerten, voll mat Konflikter. Ausserdeem huet ee geduecht, dass et selbstverständlech wier, mat dëse
Gewunnechten an Astellunge weiderzefueren.
An eiser nächster Emissioun gesi mer, wéi eng zwou Entwécklungen an der Mëtt vum leschte Jorhonnert zu engem
historeschen Duerchbroch gefouert hunn.
210 Wie schreift d’Zukunft? Deel 4/10
Léif Nolauschterer, Bahâ’u’llâh, Begrënner vum Bahâ’i Glawen, koum an der Mëtt vum 19te Jorhonnert mat
Léieren, déi sou déifgräifend sinn, wéi d’Léiere vu Jesus Christus virun 2000 Joer. Et ass duerfir nëmmen normal,
dass mir am Ufa nk vu ganz vill Changementer stinn. Mir wëssen all, dass eis Welt sech relativ séier verännert, virun
allem wann een eis haiteg Welt vergläicht mat deene fréiere Jorhonnerten.
An der Bahâ’i Welt, ass dat 20t Jorhonnert e Jorhonnert vum Liicht. An eisen nächsten Emissioune schwätze mir
iwwer déi wichtegst Evenementer, an dat aus enger Bahâ’i Siicht. Fir de geneeen Text ze kréien, braucht dir just um
Intemet ze sichen, an zwar ënnert: Wer schreibt die Zukunft? Nachdenken iiber das 20te Jahrhundert, ein Statement
der Bahâ’i Intemational Community.
11. An der Mëtt vum leschte Jorhonnert, waren et zwou Entwécklungen, déi zu engem Duerchbroch gefouert hunn,
an deren hir historesch Bedeitung eréischt spéider Generatioune voll a ganz verstoe wäerten. Wärend den Noweeë
vum zweete Weltkrich konnte wäitsiichteg Perséinlechkeeten endlech ufänken, duerch d’Organisatioun vun de
Vereenten Natiounen d’Grondlage vun enger Weltuerdnung ze schafen an ze festegen. Dat System vun
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 148 -
intemationalen Ofkommen an déi domat verbonnen Institutiounen, dat scho laang vu fortschrëttlechen Denker
gewënscht gouf, hat elo Méiglechkeeten, déi dee gescheiterte Vëlkerbund net hat. Am Laf vum Jorhonnert huet
d’System am Beräich vun der Friddenssécherung ëmmer méi grouss Wierksaamkeet op eng Aart a Weis gewonnen,
déi iwwerzeegend gewisen huet, wat erreecht ka ginn. Gläichzäiteg sinn an der ganzer Welt ëmmer méi
demokratesch Regiemngsformen entstanen. Déi praktesch Auswierkungen enttäusche vläicht, awer si verklengeren
net d’Bedeitung vun dësem historesche Richtungswiessel, e Wiessel deen neméi ka réckgängeg gemaach ginn, an
deen an der Organisatioun vu mënschlechen Affäre geschitt ass.
12. Wéi am Fall vun der Weltuerdnung ass et och mat de Rechter vun de Vëlker op der Äerd. Dat schrecklecht Leed
dat opgedeckt gouf, an déi d’Affer vun der mënschlecher Perversioun am Laf vum Krich erdroen hunn, hunn eng
weltwäit Schockreaktioun ausgeléist - an eppes wat een nëmme kann als déif Gefiller vu Schan nennen. Aus dësem
Trauma eraus ass eng nei Aart vu moraleschem Verantwortungsbewosstsinn entstanen, déi offiziell an der Aarbecht
vun der Mënscherechtskommissioun vun de Vereenten Natiounen an hiren Ënnerorganisatiounen institutionaliséiert
gouf- eng Entwécklung, déi den Herrscher am 19te Jorhonnert onvirstellbar gewiescht wier; Herrscher, deene
Bahâ’u’llâh geschriwwen hat. Haut mat deenen néidege Mëttelen a Kompetenzen, hu sech eng ëmmer méi grouss
Zuel vun netstaatlechen Organisatiounen als Zil gesetzt, dofir ze suergen, dass déi allgemeng Erklärung vun de
Mënscherechter als Grondlag vun normativen intemationale Reegele gëlt an deementspriechend duerchgesat gëtt.
Wéi eng Entwécklung et am Wirtschaftsliewe gouf, gesi mer an eiser nächster Emissioun.
211 Wie schreift d’Zukunft? Deel 5/10
Léif Radio ARA Nolauschterer, an eisem 5ten Deel an der Rubrik iwwer de Bahâ’i Glawen, kucke mer eis
d’Entwécklung am Wirtschaftsliewe vum 20te Jorhonnert un, an dat aus enger erstaunlecher positiver Perspektiv.
Den Text dozou fannt dir am Buch: Wer schreibt die Zukunft? Nachdenken iiber das 20te Jahrhundert, ein
Statement der Bahâ’i Intemational Community.
An der éischter Halschent vum Jorhonnert hu vill Regierunge, wéinst dem Chaos déi déi wirtschaftlech Crise
vemrsaacht huet, Gesetzer fir d’Schafung vu Sozialhëllefsprogrammer a Systemer fir d’Finanzkontroll agefuouert,
geneesou wéi Reservefongen an Handelsofkomme mam Zil, hir Gesellschaft vimn der Widderhuelung vu sou enger
Verwüstung ze beschützen. D’Zäit nom zweete Weltkrich huet zu der Ariichtung vun Institutioune gefouert, déi
weltwäit schaffen: den intemationale Wärungsfond, d’Weltbank, dat allgemengt Zoll- an Handelsofkommen an en
Netzwierk vun Entwécklungsorganisatiounen, déi sech der Fërderung an der Weiderentwéckulng vum materielle
Wuelstand um Planéit widmen. Um Enn vum Jorhonnert huet d’Mënschheet gewise kritt, dass, egal wéi
d’Motivatiounen a wéi primitiv d’Methode sinn, d’Notzung vum Räichtum vun der Äerd grondleeënd
ëmorganiséiert ka ginn, vir enger ganz neier Virstellung vu Besoine gerecht ze ginn. D’Auswierkunge vun dësen
Entwécklunge goufen enorm verstäerkt duerch deen ëmmer méi séieren Ausbau vu Bildungsméiglechkeete fir
d’Massen. Nieft der Bereetschaft vun nationale Regiemngen a Gemengeverwaltungen, dësem Beräich vill méi
Mëttelen ze ginn, an d’Fäegkeet vun der Gesellschaft, Arméie vu professionnellen Enseignanten auszebilden, waren
zwee weider Fortschrëtter am 20te Jorhonnert op intemationalem Plang besonnesch aflossräich. Deen éischte war
eng Rei vun Entwécklungspläng, déi sech op Bildungsbedürfnisser konzentréiert hunn a massiv vun Institutioune
wéi d’Weltbank, Regiemngen, grousse Stëftungen a verschidden Deeler vun der UNO fmanzéiert goufen. Deen
zweete Fortschrëtt war déi explosiounsaarteg Entwécklung vun der Informatiounstechnologie, déi aus alle Bierger
potentiell Benotzer vum ganze Wësse vun der Mënschheet gemaach huet. Dës strukturell Neiorganisatioun op
globalem Plang gouf vun engem déifgräifendem Bewosstsinnswandel belieft a verstäerkt. Ganz Bevëlkemnge
waren op eemol mat festgefueren Denkgewunnechte konfrontéiert, déi zu Konflikter féieren, an zwar am grelle
Liicht vun der weltwäiter Veruerteelung vu Gewunnechten an Astellungen déi soss akzeptéiert waren. Dat huet
revolutionär Verännemngen erbäigemff an der Aart a Weis, wéi Mënschen een deen anere gesinn. Zum Beispill
huet et geschéngt, wéi wann am Laf vun der Mënschheetsgeschicht d’Erfamng wéise géif- a reliéis Léiere
schéngen dat ze bestätegen - dass Frae vum Wiesen hir de Männer ënnerleeë wären. Wann een déi ganz Geschicht
als Zäitpunkt hëlt, huet dëse plötzlechen an iwwerall existéierende Réckzuch vun dëser virherrschender Manéier
d’Saachen ze gesinn, iwwer Nuecht ugefaang. Wéi laang a pengegend dëse Prozess och si wäert, bis d’Erklärung vu
Bahâ’u’llâh, dass Fraen a Männer an allen Aspekter gläichwäerteg sinn, voll verwierklecht gëtt - déi intellektuell an
emotionell Ënnerstëtzung fir d’Erklämng dass Männer a Fraen net gläichwäerteg sinn - gëtt ëmmer méi kleng. En
anere Fixpunkt am Selbstverständnes vun der Mënschheet wärend dësem Jordausend war d’Verherrlechung vun
ethneschen Ënnerscheeder, déi sech an de leschte Jorhonnerten zu verschidde Forme vu rassistescher
Wanvirstellunge verhäert hunn. Mat enger Geschwindegkeet, déi am allgemengen Zesummenhang vun der
Mënscheetsgeschicht verblüfft, huet dat 20t Jorhonnert erlieft, wéi sech d’Eenheet vun der Mënschheet zu engem
féierende Prinzip an intemationale Bezéiungen etabléiert huet. Haut ginn déi ethnesch Streidereien, déi och elo nach
a villen Deeler vun der Welt uerg Konsequenzen hunn, net als natierlech an de Bezéiungen tëschent
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 149 -
ënnerschiddlech Vëlker betruecht, mee als gewollte Sträit, deen ënnert efflcacer intemationaler Kontroll bmecht
muss ginn.
Wärend der ganzer laanger Kandheet vun der Mënschheet huet een och ugeholl - alt nees mat der ganzer
Ënnerstëtzung vu reliéisen Institutiounen - dass Aarmut en onëmgänglecht Zeeche vun der Gesellschaftsuerdnung
wier, dat éiweg bléift. Haut awer gëtt dës Astellung, déi d’Prioritéite vun allen an der Welt bekannte
Wirtschaftssystemer geprät huet, allgemeng ofgeleent. Op mannst an der Theorie gëtt iwwerall eng Regiemng am
Wesentlechen als e Garant verstanen, deem seng Verantwortung et ass, d’Wuel vun all de Membere vun der
Gesellschaft ze sécheren.
Souwäit zu e puer vun de Verännerungen an eisem leschte Jorhonnert. An eiser nächster Emissioun kucke mer, wéi
d’Positiounen an den Afloss vun de Reliounen am leschte Jorhonnert. Bis dohinn, iech Radio ARA Nolauschterer
en erhuelsame Weekend, äre Jean-Marie.
212 Wie schreift d’Zukunft? Deel 6/10
Léif Radio ARA Nolauschterer, an eisem 6ten Deel an der Rubrik iwwer d’Buch l-Vie schreift d’Zukunft,
Iwwerleeungen iwwer dat 20t Jorhonnert vun der intemationaler Bahâ’i Gemeng, fuere mer haut weider mam
Afloss vun de Reliounen am leschte Jorhonnert.
Besonnesch bedeitend, an dat opgrond vu senger enker Verbindung zu de Wuerzele vun deem wat de Mënsch
motivéiert, war de Fait, dass de feste Grëff vun de reliéise Virurteeler méi labber gouf. Schonn Enn vum 19te
Jorhonnert huet d ’Parlament vun de Reliounen grousst Interessi fonnt. An dës Entwécklung vum interreliéisen
Dialog an der Zesummenaarbecht huet d’Auswierkunge vum Sekularismus verstäerkt, an deem si déi soss sou
staark Mauere vun der geeschtlecher Autoritéit a Fro gestallt hunn. Am Liicht vun de Changementer vu reliéise
Konzepter wärend de leschten honnert Joer, wäert ee vläicht am nachhinein souguer déi aktuell Ausbréch
fundamentaler Reaktiounen als net vill méi wéi verzweiwelt Aktiounen d ’arrière-guarde gesinn, déi sech géint déi
onvermeidlech Opléisung vu sekteresche Gmppe wiert, an d’Kontroll déi si nach hunn. Wéi Bahâ’u’llâh schreift: „
Ouni Zweiwel verdanken d’Vëlker vun der Âerd, egal zu wéi enger Rass oder Relioun si och gehéieren, hir
Inspiratioun der selwechter himmlescher Quell an ënnerstinn engem eenzege Gott. “
Wärend dësen entscheedende Jorzéngte vum 20te Jorhonnert, huet de mënschleche Geescht och grondleeënd
Verännerungen a sengem Verständnes vum materiellen Universum erlieft. An der éischter Halschent vum
Jorhonnert sinn nei Theorien iwwer d’Relativitéit an d’Quantemechanik entstanen, déi allebéid enk mat der Natur
an der Funktiounsweis vum Liicht verbonne sinn. Dës Theorien hunn d’Physik revolutionéiert an déi ganz
Wëssenschaftsentwécklung verännert. Et gouf kloer, dass déi klassesch Physik nëmmen e begrenzte Beräich vun
Naturphenomeener erkläre konnt. Op eemol huet sech eng nei Dier an der Ënnersichung souwuel vun de klenge
Bestanddeeler vum Universum wéi och vun de grousse Systemer vum Kosmos opgemaach, eng Verännemng, déi
wäit iwwer d’Physik eraus Wierkunge gewisen huet an d'Fundamenter vun engem jorhonnertelaangen Denke vun
de Wëssenschaften erschüttert huet. Fir ëmmer verluer waren d’Iddi vun engem mechaneschen Universum, dat
engem Auerwierk gläicht, geneesou wéi déi deemools présuméiert Trennung vum deem, deen observéiert an de
Géigestand deen observéiert gëtt, vu Geescht a Matière. Vimm Hannergrond vun dëse wäitreechende Studien, déi
sou méiglech waren, fänkt elo déi theoretesch Naturwëssenschaft domat un, ze denken dass et méiglech ass, dass
tatsächlech d’Natur an d’Funktiounsweis vum Universum en Zweck an e Verstand a sech hunn.
Am Ufank vun dëse konzeptuelle Verännerungen ass d’Mënschheet dunn an en Zäitalter erakomm, an deem
d’Zesummenaarbecht vun de Naturwëssenschaften - der Physik, Chimie, Biologie an och där nach jonker Ökologie
- otemberaubent Méiglechkeeten zur Verbesserung vun de Liewensbedingungen opgemaach huet. Déi positiv
Auswierkunge goufen op eng dramatesch Weis däitlech a sou liewenswichtege Problemberäicher wéi
d’Landwirtschaft an d’Medezin geneesou wéi a Beräicher, déi aus de Succèsen an der Notzung vun neien
Energiequellen entstan sinn. Zu gläicher Zäit huet dat neit Forschungsgebitt vun der Werkstoffkunde eng Onmass
vu spezialiséierte Materiale wéi Kunststoffer, Glasfaser a Kuelestofffaser bereetgestallt; Saachen déi een am Ufank
vum Jorhonnert nach net kannt huet.
Sou Fortschrëtter an der Wëssenschaft an an der Technologie hu sech géigesäiteg befrucht. Sandkären, dat
nidderegst an anscheinend dat wäertlost vun alle Materialien, hu sech a Silikonplättercher an optescht rengt Glas
verwandelt an hunn d’Schafüng vu weltwäite Kommunikatiounsnetzer erméiglecht. Dës Tatsaach geneesou wéi den
Asaz vun ëmmer méi komplizéierte Satelittesystemer fänken u flr d’Mënschen iwwerall an ouni Ënnerscheed
Zougank zum ganze Wësse vun der ganzer Mënschheet opzemaachen.
Et ass kloer, dass déi Jorzéngter déi virun eis leien, d’Verbindung vun Telefon-, Fernseh- a Computertechnologie zu
engem eenzege vereenheetleche System erliewe wäerten, an dat mat bëllege Geräter, déi een a grousse Quantitéite
kréie kann. Et wäer schwéier, déi psychologesch a gesellschaftlech Auswierkungen ze iwwerdréiwen, déi entstinn,
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 150 -
wann dat Duerchernee vu Wärungssystemer - déi fir munch déi lescht Bastion vun engem nationalistesche Stolz
duerstellen - duerch eng eenzeg Weltwärung, déi gréisstendeels elektronesch fonktionéiert, ersetzt géif ginn.
Effektiv sinn d’Konsequenze vun de Changementer déi am 20te Jorhonnert méi a méi zur Eenheet féieren, néierens
sou einfach ze gesinn wéi an de Folge vun der Verännerung an der Naturwëssenschaft an an der Technologie.
213 Wie schreift d’Zukunft? Deel 7/10
Léif Radio ARA Nolauschterer, an eisem 7ten Deel an der Rubrik iwwer d’Buch Wie schreift d’Zukunft,
Iwwerleeungen iwwer dat 20t Jorhonnert, vun der intemationaler Bahâ’i Gemeng, fuere mer haut weider mat aner
Saachen déi dat lescht Jorhonnert bewegt hunn.
Et ass kloer, dass déi Jorzéngter déi vimn eis leien, d’Verbindung vun Telefon-, Fernseh- a Computertechnologie zu
engem eenzegen vereenheetleche System erliewe wäerten, an dat mat bëllege Geräter, déi een grousse Quantitéiten
kréie kann. Et wäer schwéier, déi psychologesch a gesellschaftlech Auswierkungen ze iwwerdréiwen, déi entstinn,
wann dat Duerchernee vu Wämngssystemer - déi fir munch déi lescht Bastion vun engem nationalistesche Stolz
duerstellen - duerch eng eenzeg Weltwämng, déi gréisstendeels elektronesch fonktionéiert, ersetzt géif ginn.
Effektiv sinn d’Konsequenze vun de Changementer déi am 20te Jorhonnert méi a méi zur Eenheet féieren, néierens
sou einfach ze gesinn wéi an de Konsequenze vun der Verännerung an der Naturwëssenschaft an an der
Technologie. Ganz kloer ass et elo, dass d’Mënschheet elo déi néideg Mëttelen huet, déi zur Realisatioun vun de
visionären Ziler néideg sinn, déi ee Bewosstsinn sech gesat huet, wat stänneg méi räif gëtt. Wann ee sech méi
ausféierlech mat der Matière ausernanersetzt, weist sech, dass all dës verschiddenaarteg Méiglechkeete potentiell all
den Awunner vun eiser Äerd zur Verfügung stinn, egal wéi enger Rass, Kultur oder Natioun si och gehéieren.
Bahâ’u'llâh huet viraus gesinn: „Neit Liewen geet an dëser Zäit duerch all Vëlker vun derÂerd, awer keen huet
seng Ursaach entdeckt a säi Grond erkannt. “ Haut, méi wéi honnert Joer nodeem dës Wierder geschriwwe goufen,
gëtt nodenkleche Gemidder den Ausmooss vun deem wat geschitt ass däitlech.
III
Déi positiv Changementer am 20te Jorhonnert ze erkennen heescht awer net d’Aen zouzemaache vimn dem Schiet,
deen den Emmgeschafte schaarf Konture ginn huet: déi bewosst Vemichtung vu Milliounen hëllefsloser Mënschen;
d’Erfindung an de Gebrauch vun neien Zerstéierungswaffen, déi et fäerdeg bréngen, ganz Bevëlkerungen
auszeläschen; Ideologien, déi dat geeschtegt an intellekuellt Liewe vu ganzen Natiounen erstéckt hunn;
Ëmweltzerstéierung op globaler Ebene a sou engem groussen Ausmooss, dass et Jorhonnerten dauere kann, déi nees
réckgängeg ze maachen; an deen onermiesslech grousse Schued, dee Generatioune vu Kanner ugedoe gouf, andeem
si geléiert goufen, dass Gewalt, Onanstännegkeet a Selbstsucht en Triumph vu perséinlecher Fräiheet wieren.
Dat sinn nëmmen déi offensichtlechst Beispiller aus engem Katalog vun Iwwelen, déi an der Geschicht hiresgläiche
sichen an deenen hir Lektiounen eist Zäitalter zur Erzéiung vun de gepéngegten zukünftige Generatiounen als
Ierwen hannerlooss hunn.
D’Donkelheet ass awer kee Phänomeen, deem iergendeng Form vun Existenz, oder souguer eng Autonomie
zousteet. D’Donkelheet ka weder d’Liicht ausmaachen, oder d’Luucht manner staark maachen. Awer si markéiert
déi Regiounen, déi d’Liicht nach net erreecht huet oder genuch erliicht huet. Sou wäerten ouni Zweiwel
d’Historiker d’Zivilisatioun vum 20te Jorhonnert beuerteelen. D’Grausamkeet vun der déierescher Natur, déi
onkontrolléiert an deene kritesche Joren aktiv war an déi heiansdo souguer anscheinend d’Iwwerliewe vun der
Gesellschaft bedmnn huet, konnt tatsächlech net déi fortlaafend Entwécklung vun de schëpferesche Potentialer, mat
deenen dat mënschlecht Bewosstsënn ausgestatt ass, verhënneren. Am Géigendeel - je méi d’Jorhonnert virukomm
ass, desto méi Mënschen erkannt hunn, wéi eidel dës Ängschte waren, déi si nach vimn e puer Joer gefaange
gehalen haten.
„Onvergläichlech ass dësen Dag“, betount Bahâ’u'llâh, „well hien ass wéi d’A vu vergaangenen Zäitalteren a
Jorhonnerten a wéi e Liicht an der Däischtert vun den Zäiten. “
Aus dëser Perspektiv ass et net d’Däischtert, déi d’Fortschrëtter vun dëse leschten aussergewéinlechen honnert Joer
zréckgehalen hunn, de Problem. D’Fro ass vill méi, wéivill Leed an Zerstéierung d’Mënschheet nach erdroe muss,
bis si vu ganzem Häerzen d’geeschteg Natur akzeptéiert, déi si zu engem eenzege Vollek mécht, a bis si genuch
Mutt huet, hir Zukunft am Liicht vun deem sou schmäerzhaft Erléierten ze plangen. Wéi eng Virstellung vun der
Entwécklung vun der mënschlecher Kultur d’Bahâ’i Schrëften hunn, gesi mir an eisen nächsten Emissiounen.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 151 -
214 Wie schreift d’Zukunft? Deel 8/10
Léif Radio ARA Nolauschterer, an eisem 7ten Deel an der Rubrik iwwer d’Buch Wie schreift d’Zukunft,
Iwwerleeungen iwwer dat 20t Jorhonnert, vun der intemationaler Bahâ’i Gemeng, Mir kucken haut wéi, aus enger
Bahâ’i Siicht, eis Kultur sech entwéckele kann.
Déi an de Schrëfte vu Bahâ'u'llâh duergeluechte Virstellung vun der Entwécklung vun der mënschlecher Kultur
stellt villes a Fro, wat an eiser haiteger Welt als normativ an onverännerlech ugeholl gëtt. D’Entwécklunge vum
19te Jorhonnert, dem Jorhonnert vum Liicht, hunn d’Dier zu enger neier Welt opgemaach. Wann déi
gesellschaftlech an intellektuell Entwécklung tatsächlech eng Reaktioun ass op eng moralesch Intelligenz, déi an
allem ass wat existéiert, dann hu vill vun den Theorien, déi zäitgenëssesch Entscheedungsmethode bestëmmen,
grouss Feeler. Wann dat mënschlecht Bewosstsënn vu sengem Wiesen hir geeschteg ass - eng Tatsaach, vun der
sech déi meescht Mënschen intitutiv ëmmer bewosst gewiescht sinn - da kann e Verständnes vun der
Wierklechkeet, dat dogmatesch op hirem Géigendeel beharrt, d’Entwécklungsbedierfneesser vun dësem
Bewosstsënn weder begräifen nach hinne vun Notze sinn.
Keen Deel vun eiser haiteger Zivilisatioun gëtt vun der Zukunftsvirstellung vu Bahâ'u'llâh op méi enger direkt
Manéier a Fro gestallt wéi dee virherrschende Kult vum Individualismus. En Individualismus, dee sech bal op der
ganzer Welt verbreet huet. Geniert gëtt dësen Individualismus vu kulturellen Aflëss wéi politescher Ideologie,
akademeschen Elitedenken an enger konsumorientéierter Wirtschaft. Sou huet „d’Striewen no individuellem Gléck“
en aggressiivt a bal grenzenloost Bewosstsënn fir d’Uspréch vum Eenzelne gefuerdert. Déi moralesch Konsequenze
fir deen Eenzelnen wéi fir d’Gesellschaft si schrecklech, sou zum Beispill d’Vebreedung vun ustiechende
Krankheeten, den Drogemëssbrauch an aner Iwwel vun de leschte Joren, déi mer allzegutt kennen. D’Aufgab
besteet doranner, d’Mënschheet vu sou engem grondleeënden an alles duerchdréngendem Mëssverständnes ze
befreien. An dat wäert e puer vun de festverankerte Virstellunge vum 20te Jorhonnert vu Recht an Onrecht a Fro
stellen.
Froe mer eis, wéi eng Denkweise fallen an dës Kategorie vun ongepréiften Iddien? Dat offensichtlechst Beispill ass
d’Iwwerzeegung, dass Eenheet en Ideal ass, dat wäit ewech ass, bal onnerreechbar, eppes wat een eréischt da kann
upaken, wann emol vill vun de politesche Konflikter iergendwéi geléist sinn, wa materiell Besoinen iergendwéi
beffiddegt sinn an Ongerechtegkeeten iergendwéi eliminéiert goufen. Bahâ'u'llâh betount, dass de Géigendeel de
Fall ass. [Alsofir d’éischt muss un der Eenheet geschafft ginn, fir d’éischt muss de Prinzip vun der Eenheet verstane
ginn an an d'Realitéit ëmgesat ginn, an da kënnen all déi aner Problemer besser ugepackt ginn.] 1
Déi gréisste Krankheet, déi eis Gesellschaft péngegt, déi d’Gesellschaft lämt, seet Hien, ass d’Oneenegkeet ënnert
de Mënschen. Eng Mënschheet déi sech awer auszeechent duerch hir Fäegkeet fir zesummenzeschaffen. Souguer de
Fortschrëtt deen d’Mënschheet gemaach huet ass enk domat verbonnen, dass d’Mënsche kënnen zesummen
handelen. Dëst ass eppes, wat zu verschidden Zäiten an a verschidde Gesellschaften erreecht gouf. Sech un
d’Virstellung ze klammeren, dass d’Konfliktbereetschaft eng Grondeegeschaft vun der mënschlecher Natur wier,
anstatt eng Mëschung vu geléierte Gewunnechten an Astellungen, bedeit, engem neie Jorhonnert en Iertum
opzelueden, déi méi wéi all anere Faktor op tragesch Aart a Weis d’Vergaangenheet vun der Mënschheet
influencéiert huet. „Betruecht d’Welt wéi e mënschleche Kierper“ huet Bahâ'u'llâh de gewielte Regéierenden
ugeroden. Obwuel dëse Kierper bei senger Erschafung gesond a perfekt war, huet hien haut - an dat aus
verschidden Ursaachen - schwéier Stéierungen a Krankheeten.
Enk verbonne mat der Problematik vun der Eenheet ass déi zweet moralesch Erausfuerderung, déi dat lescht
Jorhonnert mat ëmmer méi grousser Drénglechkeet gestallt huet. Méi doriwwer an eiser nächster Emissioun.
215 Wie schreift d’Zukunft? Deel 9/10
Léif Radio ARA Nolauschterer, eisem 9ten Deel an der Rubrik iwwer d’Buch „ Wie schreift d’Zukunft,
Iwwerleeungen iwwer dat 20t Jorhonnert“, vun der intemationaler Bahâ’I Gemeng. Enk verbonne mat der
Problematik vun der Eenheet, vun der mir d’lescht Woch geschwat hunn, ass déi zweet moralesch Erausfuerdemng,
déi dat lescht Jorhonnert mat ëmmer méi grousser Drénglechkeet gestallt huet. 2
An den Ae vu Gott, wéi Bahâ'u'llâh betount, ass d’Gerechtegkeet „vun allem dat wat Hien am léifsten huet“. Si gëtt
jidderengem d’Fäegkeet, d’Realitéit mat sengen eegenen Aen an net duerch d’Ae vun aneren ze gesinn, a gëtt der
kollektiver Entscheedung eng Autoritéit, déi eleng d’Eenheet am Denken an am Handele sécher stelle kann. Egal
1 A Klammere si meng Ergänzungen zum Text
2S.13
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 152 -
wéi zefriddestellend dat aus dem 20te Jorhonnert entstanend System intemationaler Uerdnung och wäert sinn - den
Afloss vun dësem System wäert vun der allgemenger Akzeptanz vun senge moralesche Prinzipien ofhänken. Wann
d’ganz Mënschheet wierklech eens ass an onzertrennlech, da repräsentéiert d’Autoritéit déi vu sengen Institutiounen
ausgeübt gëtt, e wesentleche kollektive Schutz. All eenzel Persoun kënnt op d’Welt als eppes wat der Gemeinschaft
uvertraut gëtt. An dës Charakteristik vun der mënschlecher Existenz ass déi wierklech Grondlag vun de
gesellschaftlechen, wirtschaftlechen a kulturelle Rechter, sou wéi se an der Charte vun de Vereenten Natiounen an
hiren Dokumenter ausgedréckt ginn. Gerechtegkeet an Eenheet stinn an enger Wiesselbezéiung. „Den Zweck vun
der Gerechtegkeet“, huet Bahâ'u'llâh geschriwwen, ,, a.ss d’Zustanekomme vun Eenheet ënnert de Mënschen. EMier
vu gëttlecher Wäisheet stécht an dëse Wierder, an all d ’Bicher vun der Wëlt kënnen hir déif Bedeitung net
erfaassen. “
An deem Mooss wou d’Gesellschaft - wann och mat Zécken an Angscht - sech dësen an änleche moralesche
Prinzipie verflicht, déi wesentlechst Roll déi si deem Eenzelnen ubidde kann, ass déi, deem aneren en Déngscht ze
erweisen. Ee vun de Paradoxe vum Mënsch läit doranner, dass hie sech an der Haaptsaach duerch säin Engagement
an en nobelt Zil entfale kann, do wou hie sech selwer also vergiesse kann, a wann et och nëmmen fir eng kuerz Zäit
ass. An engem Zäitalter, wou sech de Mënschen an alle Liewenssituatiounen d’Méiglechkeet opdeet, op eng
wierksam Manéier un der Gestaltung vun der Gesellschaftsuerdnung matzemaachen, kritt d’Ideal vum Déngscht um
aneren eng ganz nei Bedeitung. Wann een d’Ziler wéi perséinlech Beräichemng a Selbstbestätegung zum
Liewenszil erkläert, da fërdert een nëmmen déi déieresch Säit vun der mënschlecher Natur. Wat déi simplistesch
Messagë vun individueller Erléisung ugeet, sou gi si net méi duer fir d’Aspiratioune vu Generatiounen ze
befriddegen, déi d’Gewëssheet kmten dass wierklech Erfëllung souwuel vun dëser wéi och vun der nächster Welt
ofhänken.
Bahâ'u'llâh seet: „Befaasst iech grëndlech mat de Besoinë vun der Zäit an där dir lieft a leet de Schwéierpunkt vun
ären Iwwerleeungen op d ’Bedierfnesser an d ’Fuederunge vun ärer Zäit. “
Dës Perspektiven hunn en déiwen Afloss dorop wéi mir eis Ugeleeënheete féieren. Zum Beispill schéngt et evident,
dass sou laang wéi den Nationalstat déi wichtegst Roll an der Entwécklung vum Schicksal vun der Mënschheet
spillt - wat och ëmmer déi erbruechte Leeschtungen an der Vergaangenheet waren - d’Erreeche vum Weltfridden
zréckgehale gëtt an d’Weltbevëlkemng méi leide muss. Am Wirtschaftsliewe vun der Mënschheet ass et kloer dass
d’Mondialisatioun, och wa si vill Guddes bmecht huet, dass si och eng Konzentratioun vun autokratescher Muecht
geschafen huet, déi ënnert eng international demokratesch Kontroll muss bmecht ginn, fir dass dës Globaliséierung
net fir Millioune vu Mënschen Aarmut a Verzweiflung mat sech bréngt. Änlech ass et mam historeschen
Duerchbroch an der Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie, déi sou e staarkt Mëttel ass fir sozial
Entwécklung weiderzebréngen an déi dozou bäidréit dass mir alleguer zesumme gehéieren; dës Technologie ass
awer och mat der selwechter Stousskraaft amstand, dës Vereenegungsprozesser an dës liewenswichteg Impulser
ëmzelenken an ze entstellen.
An eisem leschten Deel vun dësen Iwwerleeungen iwwer dat 20t Jorhonnert schwätze mer iwwer eng nei Bezéiung
tëschent Gott an der Mënschheet.
216 Wie schreift d’Zukunft? Deel 10/10
Léif Radio ARA Nolauschterer. An eisem leschten Deel vun dësen Iwwerleeungen iwwer dat 20t Jorhonnert
schwätze mer iwwer eng nei Bezéiung tëschent Gott an der Mënschheet.
Bahâ'u'llâh schwätzt vun enger neier Bezéiung tëschent Gott an der Mënschheet, enger Bezéiung déi zesummegeet
mam Erwuessegi vun der Mënschheet. Déi héchste Wierklechkeet, déi d’Universum geschaf huet an eis um Liewen
hält, wäert ëmmer ausserhalb der Räichwäit vum mënschleche Geescht a Verstand bleiwen. Déi bewosst Bezéiung,
déi d’Mënschheet mat dëser gëttlecher Realitéit geknüpft huet, ass d’Resultat vum Afloss vun de grousse
Reliounsstëfter gewiescht: Moses, Zarathustra, Buddha, Jesus, Mohammad a fréier Stëfter, deenen hir Nimm
gréisstendeels vergiess goufen. An deem si op dës gëttlech Impulser reagéiert hunn, hunn d’Vëlker vun der Äerd
ëmmer méi déi geeschteg, intellektuell a moralesch Fäegkeeten entwéckelt, déi zesummen de mënschleche
Charakter ziviliséiert hunn. Dës openaner opbauend, jordausende laang Entwécklung huet elo eng Phase erreecht,
déi typesch ass fir all decisiv Dréipunkte vun enger Evolutioun, enger Phase, an där virdrun net erkannte
Méiglechkeete sech op eemol opmaachen: „Dëst ass den Dag“, bekräftegt Bahâ'u'llâh, „ wou déi erhuewenst
Seegnunge vu Gott dem Mënschen zougefloss sinn, den Dag, wou alles wat erschaf gouf mat senger mächtegster
Gnod erfëllt gouf. “
Aus der Perspektiv vu Bahâ'u'llâh huet d’Geschicht vun de Stämm, Vëlker an Natiounen tatsächlech hiren Ofschloss
fonnt. Wat mir haut materliewen ass den Ufank vun der mënschewierdeger Geschicht vun der Mënschheet,
d’Geschicht vun enger Mënschheet, déi sech hirer eegener Eenheet bewosst ass. An dësem Dréipunkt vun der
Entwécklung mënschlecher Kultur offréiren d’Schrëfte vu Bahâ'u'llâh eng Neibestëmmung vum Wiesen an den
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 153 -
Entwécklungsprozesser vun der Zivilisatioun an eng Neiuerdnung vun hire Prioritéiten. D’Zil vun dëse Schrëften
ass, eis zu enger geeschteger Bewosstheet a Verantwortung zréckzeruffen.
Et wäert een an de Schrëfte vu Bahâ'u'llâh näischt fannen, dat zu der Illusioun encouragéiert, dass déi prophezeite
Verännerungen op eng einfach Aart a Weis wäerte realiséiert ginn. Ganz am Géigendeel. Wéi d’Evenementer am
zwanzegste Jorhonnert scho gewisen hunn, wäerte Gewunnechts- an Astellungsmuster, déi zënter dausende vu Jore
fest verwuerzelt sinn, weder spontan nach als einfach Reaktioun op d’Erzéiung oder Gesetzer niddergeluecht ginn.
Souwuel am Liewe vum Eenzelne wéi och der Gesellschaft geschéien déifgräifend Verännerunge meeschtens als
Äntwert op intensiivt Leiden an onerdreeglech Schwieregkeeten, déi op eng aner Manéier net ze iwwerwanne
wären. Genau sou eng grouss Prüfung, huet Bahâ'u'llâh gewarnt, ass néideg, fir déi verschidde Vëlker vun der Äerd
zu engem eenzege Vollek zesummenzeschmieden.
Geeschteg a materialistesch Virstellunge vum Wiese vun der Realitéit sinn net matenee vereenbar a féieren an
entgéigegesate Richtungen. Wärend dat neit Jorhonnert säin Ufank hëlt, huet déi vun der materialistescher
Virstellung gesaten Zilrichtung eng onglécklech Mënschheet scho wäit iwwer de Punkt hinausbruecht, an deem
d’Illusioun vun der Rationalitéit an déi vum mënschleche Wuel opriichterhale konnt ginn. Mat all Dag, dee vergeet,
huelen d’Zeechen dovunner zou, dass sech vill Mënschen iwwerall dëser Erkenntnis bewosst ginn.
Obschonn d’Meenung vu villen net domat d’accord ass, ass d’Mënschheet keen eidelt Blad, op déi priviligéiert
Schiedsriichter mënschlecher Ugeleeënheet einfach hir eege Wënsch androe kënnen. D’Quelle vum Geescht
spruddele wéi a wou se wëllen. Si ginn net op onbestëmmten Zäit duerch d’Geröll vun der zäitgenëssecher
Gesellschaft ënnerdréckt. Et brauch ee kee Prophet méi ze sinn fir ze erkennen, dass déi éischt Jore vum neie
Jorhonnert Zeie vun engem Fräiginn vun Energien an Ziler wäerte sinn, déi onermiesslech méi staark wäerte sinn
wéi déi gesammelt Gewunnechten, illusoresch Irrtëmmer an Ofhängegkeeten, déi sou laang d’Ëmsetzung vun dësen
Energië verhënnert hunn.
Wéi grouss den Tumult och wäert sinn - d’Zäitperiod, op déi d’Mënschheet am Moment histeiert, wäert
jidderengem, all Institutioun an all Communautéit op dëser Äerd Méiglechkeeten opmaachen, déi et bis elo nach ni
gouf, an dat fir d’Zukunft vun eisem Planéit matzegestalten. „ Gesclrwënn, “ sou versprécht Bahâ'u'llâh mat voller
Zouversiicht, „ wäert déi haiteg Uerdnung opgerullt ginn an eng nei an hirer Plaz opgoen. “
217 Honnert Bahä’I Gospel Sänger zu Lëtzebuerg - Visiounen
217t Sendung, 25ten an 26te Juni 2004. Léif Radio ARA Nolauschterer. Méindes owes de 5te Juli ass en Datum,
deen dir iech verhale sollt. Well et ass net all Dag wou mir honnert Gospelsänger aus Amerika an zéng aner
Natioune bei eis hunn, an dat am Kulturzentrum zu Bouneweg. Change the World Chorus mécht am Moment eng
Europatournee a si sinn nëmmen een Dag zu Lëtzebuerg, an dat fir eis Häerzer unzefänken duerch hir Musek, déi
voll ass mat Léift, Freed an Eenheet. Wéi kann een dësem Appell vun honnert Choristen aus de Vereenegte Staaten
an aner Länner widderstoen, Leit déi hir Konscht an hiert d’Talent hierginn, fir hire Message ze verbreeden, e
Message dee vun de Bahâ’i Léieren inspiréiert ass: Et gëtt nëmmen ee Gott, et gëtt nëmmen eng Mënschheet an
d’Äerd gehéiert eis alleguer. Den Ensemble ass ënnert der Direktioun vum Van Gilmer. Maacht iech bäi, well
d’Tickete kritt der just den Owend selwer, ausser dir lauschtert de Radio ARA, well mir ginn eng Koppel
Gratisticketen ewech, just fir iech. Alles wat dir musst maachen, ass mir elo uruffen an dat um 091 334210. Dëse
Konzert ass en plus fir e gudden Zweck an zwar fir d’Peace Factory, eng Asbl déi all Joers e Summercamp fir
Jugendlech tëschent 12 a 15 Joer organiséiert, wou si zesumme Strategien ausschaffe fir Konflikter ze léisen.
Respekt ass d’Zil bei Peace Factory. Wärend de Summeraktivitéite léiert de Jugendlechen den Alldag ze liewen, an
dat am Respekt vu sech selwer, deenen aneren an der Ëmwelt, Kompetenzen ze entwécklen fir sech besser ze
verstoen a mateneen ze schwätzen, sech selwer besser kennenzeléieren, seng eege Spiritualitéit ze erkennen a sozial
Verantwortung ze entwécklen. Ausserdeem steet dëse Konzert: Change the World Chorus ënnert dem Patronage
vum Kulturministère. Net vergiessen, Méindes owes de 5te Juli um 8 Auer am Kulturzentrum zu Bouneweg.
Komme mer awer zu eisem Thema vun haut: Näischt ass méi realistesch wéi eng staark Visioun, oder wéi kann ee
mat Visiounen d’Zukunft matgestalten? Visoun bedeit virausgesinn. Et huet missen e Visionär sinn, dee geduecht
huet, et misst dach e Wee ginn, dem Mënsch d’Fléier ze erméiglechen. Aus dëser verréckter Visioun ass haut en
alldeeglecht Verkéiersmëttel ginn.
Eng gutt Visioun sprécht ëmmer d’Häerz an de Verstand un. Virwëtzeg sinn am gudde Sënn ass eng elementar
Kraaft vun onsem Geescht déi ons weiderdreift. Natierlech soll ee Spaass dobäi hunn. Visioune sinn e Versuch,
sech op d’Zukunft anzeloossen a versichen d’Zukunft ze gestalten. Dat wat eriwwer ass, ass eriwwer, mir liewen elo
an eis Ae solle no vir kucken.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 154 -
Mir wëllen e puer Denkustéiss ginn, fir dass jidderee seng eege Visiounen entwéckle kann. Dofir brauche mer
spilleresch Qualitéiten. An deem mer versichen, Gedanken a Gefiller zesummenzeféieren ass e Changement
méiglech.
„Eng chaotesch international Gesellschaft, hin an hirgerass vu géigesetzlech Virstellungen an Interessen, ass
ëmmer méi dem Terrorismus, der Gesetzlosegkeet an der Korruptioun ausgesat a gëtt duerch de wirtschaftlechen
Ënnergank, duerch Aarmut a Krankheet begruewen. “
Et ass kloer dass mir staark visionär Qualitéite brauchen. Wéi kann een awer praktesch eng Visioun entwécklen?
Wéi gëtt eng Visioun Wierklechkeet? Eng Visioun ass net fest a steif, méi fléissend, ka changéieren a sech
entwécklen. Eis Zukunft kann also méi spannend a méi sënnvoll a méi flott ausgesinn. Hei elo e puer vun dëse
Qualitéiten, déi eis hëllefe kënnen, um Wee zu neie Visiounen. Dozou gehéiere geeschteg Offenheet, Optimismuss,
en Entdeckungsgeescht, Freed op d’Zukunft, Vertrauen a sech selwer an och an eis eegen Intuitioun, Glawen, fräi si
vu Virurteeler, offe sinn an entspaant sinn. Lieweg a schëpferesch sinn, Freed a Gléck ausstralen an net vergiessen:
gutt Visioune sinn ustiechend. Visioune beschäftege sech mat der Zukunft, awer visionäert Denke fänkt direkt un a
wierkt direkt op ee selwer.
Méi praktesch heescht dat och an eisem Alldag fir sech selwer emol seng Gesondheet fleegen, de richtege Partner
wielen, e glécklecht Bestietnes ustriewen, senge Kanner eng gutt Erzéiung ginn, e passend Studium an de richtege
Beruff wielen, sech Zäit huele bei der Orientéierung an der Wiel vun enger Weltanschauung an der Relioun. Fridde
bei sech selwer schafen a mat sengem Nächsten. Mir wëssen dass d’Welt an enger déiwer Kris stécht an das eis
positiv Visioun dozoubäidréit, d’Welt ze veränneren. Bahâ'u'llâh seet dass d’Welt eng Heemecht ass an d’Mënschen
all hir Bierger sinn.
Grouss Visioune setze sech aus ville klenge Visiounen zesummen. Wat kann zum Weltfridde bäidroen? Ganz
einfach, an deems ech ufänke, ronderëm mech friddlech ze sinn, mat mengem Partner, menge Kanner, menger
Famill, Kollegen, op der Aarbecht a virun allem an deem ech Freed a Gléck ausstralen. Ech kann och an enger
Grupp mat Leit zesummeschaffen déi änlech Visiounen hu wéi ech. Dobäi kann ech meng Talenter a
Méiglechkeeten asetzen an aner Mënschen ermuddegen, matzemaachen.
Genee sou wéi ech all Dag eppes iessen, kann ech och all Dag eng schéi Wäisheet aus oder Gebiet soen, sief dat aus
de Bahâ’i Schrëften oder aner Schrëften oder groussen Denker vun eiser Zäit.
Abdu’l-Bahâ schreift: „Kuckt net op haut. Riicht äre Bléck op d 'Zukunft. Wéi kleng e Kär am Ufank och ass, awer
zum Schluss ass et e mächtege Bam. Kuckt net op de Kär, kuckt op de Bam, op seng Bléien, Blieder a Friichten. “ 39
Iech Radio ARA Nolauschterer en erhuelsame Weekend. Äre Jean-Marie!
218 Texter zum Nodenken
218t Sendung, 2ten an 3te Juli 2004. A fir déi puer Minutten déi eis elo nach bleiwen, nach e puer Spréch an Texter
zum Nodenken.
'Abdu'l-Bahâ huet 1912 zu Paräis zum Thema Berodung gesot: „Wa fënnef Leit zesummekomme fir no der
Wourecht ze sichen, musse si ufänken sech selwer vun allem lasszeléisen an och vun alle virdrun ausgeduechten
Iddien. Fir d’Wourecht ze fanne, musse mer eis Virurteeler opginn; en opene Geescht ass wesentlech. Wann eist
d’Glas voll ass mat eis selwer, dann ass keng Plaz méi do fir d’Waasser vum Liewen. D’Tatsaach dass mir eis
virstellen, selwer Recht ze hunn an all déi aner am Feeler sinn, ass dat gréissten Hënnemes um Wee zur Eenheet, an
Eenheet ass néideg wa mer gär d’Wourecht hätten, well d’Wourecht ass eng.“ 40
De William Sears sot dass d’Mënsche wéi de Mound sinn. ,, De Mound huet keen eegent Liicht. E kritt alles vun der
Sonn. Wann de Mound derÂerd zougedréint ass, ass en den donkle Mound. E gëtt keng Luucht. Mee wann e sech
vun der Âerd ofdréint a sech der Sonn zoudréint, gëtt e lues a lues méi schéin. Fir d’éischt ass et e Sëlwersträifen,
dann e Véierelsmound, dann en halwen, dann en Dräivéierelsmound bis schliesslech, wann en der Âerd ganz de
Réck weist a sech no der Sonn riicht, gëtt en zu engem grousse, ronne stralende Vollmound. Dat ass den Zäitpunkt,
wou hien der donkler Âerd am meeschte Liicht gëtt. “ 41
Den Dag vum der Erkenntnis, vum Max Hayek: „Deen Dag, wou s du erkenns, dass de verantwortlech bass, dass
d’Welt mat dir steigt afällt, sënndegt oder reng ass - deen Dag ass däi Gebuertsdag. “
Den Ënnerscheed, vum Friedrich Oetinger: „ Gott, gëff mer d’Geloossenheet, d’Saachen ze akzeptéieren, déi ech net
ännere kann, de Mutt déi Saachen z’änneren, déi ech ännere kann an d’Wäisheet, dat eent vun deem aneren ze
ënnerscheeden. “
1 Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet, Ridvân Message 2004
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 155 -
Huel der Zäit, eng persesch Wäisheet: „Huel der Zäit, fir ze schaffen, et ass de Präis vum Erfolleg.Huel der Zäit, fir
nozedenken, et ass d’Quell vun der Kraaft.Huel der Zäit, fir ze spillen, et ass d’Geheimnis vun der Jugend.Huel der
Zäit, fir ze liesen, et ass d ’Grondlag vum Wëssen.Huel der Zäit, fir ze dreemen, et ass de Wee zu de Stären.Huel der
Zäit, fir gär ze hunn, et ass déi wierklech Liewensfreed.Huel der Zäit, firfrou ze sinn, et ass d ’Musek vun der Séil. “
Bahâ'u'llâh seet: „D'Léift ass eng Luucht dat nimools an engem ängschtlechen Häerz wunnt. “
Visioune vermëttele, vum Antoine de Saint-Exupery : « Wanns du e Schëffbaue wëlls, dann trommel d’Männer net
zesummen, fir Holz erbäizehuelen, Geschir virzebereeden, Aufgaben ze verdeelen an d’Aarbecht anzedeelen, méi
gëff de Männer d’Sehnsucht an d’Verlaangen no der wäiter onendlecher Welt! »
219 Courage a Freed
219t Sendung, 9ten an lOte Juli 2004. Léif Radio ARA Nolauschterer. D’Begeeschterung war grouss fir déi 250
Leit, déi leschte Méindeg am Kulturzentrum zu Bouneweg waren, fir zesumme mat honnert Gospelsänger aus
Amerika an zéng aneren Natiounen ze sangen an ze danzen. Am Chouer war och ee Lëtzebuerger de Jean Weber a
jiddereen huet zum Schluss op Lëtzebuergesch gesongen:,, Mir halen op mat haassen “ - „ We give up on hate“. Et
gouf geklappt, gesongen, gedanzt an et hat een och Tréinen an den Aen. Et goufe méi roueg Momenter, sou zum
Beispill d’Lidd : ,J’m so glad, Ech si sou frou. “ An der Paus hunn d’Gospelsänger sech an de Publikum gemëscht,
fir hiren Enthusiasmus mat den Zuschauer ze deelen. Et ware jonker an aler dabei, grousser a klenger. Déi
allermeeschte sinn, sou kann ee soen, ugestach ginn vun dëser Freed fir d’Léift déi e fir säi Schëpfer huet, anere
matzedeelen. „ We praise the Lord, Mir luewen eisen Här“ hu si gesongen, an dat mat aller Kraaft. Et deet
wierklech gutt, dat sou no baussen hin ze héieren. Dës Qualitéit fir kënnen aus sech erauszegoe bréngen déi
schwaarz Amerikaner wéi keng aner fäerdeg. Et deet richteg gutt. Hoffe mer dass si gläich nees erëmkommen.
Dofir wollt ech haut kuerz iwwer zwou Qualitéite schwätzen, déi mir hei wichteg schéngen: Courage a Freed.
Courage hunn fir aus sech erauszegoen an dat ze maachen wat muss gemaach ginn och wann et wierklech haart oder
schwéier ass. Courage ass och da weidermaachen wann ee wëllt opginn. Et heescht d’Gefor erkennen a standhaft
bleiwen. Et heescht awer net, onnéideg Risiken agoe fir einfach wëlle Mutt ze weisen. Et brauch ee Courage fir nei
Saachen auszeprobéieren, sech schwéier Situatiounen ze stellen a sech nees an de Grëff kréien no engem Feeler an
nach eng Kéier probéieren. Et heescht dat maache wann ee weess dass et richteg ass och wann aner Leit een
auslaachen. Courage ass eng Qualitéit vum Häerz. Courage kënnt vun deem wat een a sengem Häerz fillt an net
nëmmen dat wat een denkt. Et kënnt dovun dass ee sech selwer kennt an dass ee weess dass een eppes maache sollt.
Courage kënnt dovun dass ee weess dass Gott do ass fir ze hëllefen an dass een op Hien ziele kann.
D’Léift kann eis Courage ginn. Si gëtt eis Kraaft an hëlleft eis dat richtegt man, trotz eisen Ängschten.
Déi aner Qualitéit, déi ech dësen Owend mat de Gospelsänger gespuert hunn war eng immens Freed. D’Freed fir
mat vollem Häerz ze sangen, dass si e Wee fonnt hunn, dass si Bahâ'u'llâh unerkennen als dee Versprachene vun
alle Reliounen, dass si am Bahâ’i Glawen eng Visioun fir d’Zukunft fonnt hunn, dass si dat voll a ganz am Gesank a
sou wéi si sinn, ausdrécken. An de Bahâ’i Schrëfte liese mer iwwer d’Freed, also Joyfulness: „Freedgëtt eis
Flilleken! An Zäite vu Freed ass eis Kraaft méi staark, eisen Intellekt méi schaarf an eist Verständnes méi kloer. Et
schéngt wéi wa mir besser géifen eens gi mat der Welt an dass mir besser eist Gebitt fannen, wou mir kënnen en
Afloss hunn. “ 1
Freed heescht, dass ee voll ass mat Gléck, Fridden, Léift an engem Gefill vu Guttsinn. Freed ass a jidderengem vun
eis. Et kënnt vum Gefill dass aner eis gär hunn. Et kënnt vun der Appreciatioun dass d’Liewen e Geschenk ass. Et
kënnt da wa mir eppes maachen a wëssen dass et richteg ass wat mer maachen. Freed huet eppes mat Spaass ze dinn
mee et ass net grad dat selwecht. Spaass ass eppes wat ausserhalb geschitt - sech gutt ameséieren. Freed kënnt vun
deem wat an eis bannendra geschitt.
Freed ass ëmmer do, egal wat dobausse geschitt. Dës ënner Freed kënne mir an alles investéiere wat mir maachen.
Et kann ee seng Aarbecht gär maachen, seng Hausaufgaben, souguer eng Aarbecht déi langweileg an net flott ass.
Wann een a sech selwer kuckt, fënnt ee Freed, an et kann een dann aus alles eppes flottes maachen. Freed ass dëst
Gefill dat eis duerch schwéier Zäite bréngt, och wa mir ganz traureg sinn.
Et sief hei gesot dass een dës an aner Qualitéiten an engem flotte Buch erëmfënnt: The Family Virtues Guide, e
Guide fir d’Dugenden an der Famill. Dir fannt méi Informatiounen um Internet oder wann dir eis um Radio ARA
urufft: Dat ass den 22 22 89. An ech sinn haut besonnesch frou, iech kënnen duerch eis Emissiounen e klengen
Abléck ze ginn an de Bahâ’i Glawen.
1 Abdu ’l-Baha, Paris Talks
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
220 Visiounen an Texter zum Nodenken
- 156 -
220t Sendung, 23ten a 24te Juli 2004. Wien an Harmonie wëllt si mat de Prinzipie vum Liewen, musst d’Zil vun der
Rees kennen. Déi richteg Wiel vum Wee an de Moyenen, Sécherheet an den Entscheedungen an en Equliber am
Uerteel hä nk e vun der Klorheet vun der Visioun of. Asiicht hänkt vun der Wäitsiicht of.
D’Quell vun der Motivatioun an der Energie ass e kloert Zil virun Aen ze hunn. Och wann ee menge kéint, dass
d’Fruucht aus dem Bam kënnt, ass et tatsächlech ëmgedréint. De Bam ass d’Resultat vun der Fruucht. Well wier et
net wéinst de Friichten, da géing de Gäertner de Bam guer net setzen a sech Méi ginn dass de Bam och wiisst. Et ass
d’Unzéiung vun der Visioun déi Beweegung an Tatendrang mat sech bréngt.
Ziler bedeiten awer och Herausfuerderung; bereet ze sinn, sech lasszeloosse vu Gewunnechten, säi Kompass
anescht auszeriichten an deem Neien entgéint ze goen. Ziler bedeiten, en Expert vu Prozesser ze ginn, Gedold an
Ausdauer ze weisen, open a flexibel ze sinn fir Changementer a wëlle léieren. D’Freed an den Erfolleg leien awer
net just um Enn vun der Rees mee et fënnt een see bei all Schratt. Och wann et heescht säin Zweiwel ze besiegen,
éier den Dram zur stralender Wierklechkeet gëtt a wann d’Nobannekucken sech no bausse verwierklecht. Déi kloer
Visioun liicht dem Wanderer ëmmer sou wéi de Muerestär vun der Féierung op sengem Wee.
Zum Thema Visoun elo eng léif kleng Geschicht: De Wonschbuttek! E jonke Mann hat en Dram: E war an engem
Butték an hannert der Téik huet hien en Engel gesinn. Séier huet hien den Engel gefrot. „ Wat verkaaft dir hei? “
„Alles wat dir wëllt “ sot den Engel. De jonke Kärel war begeeschtert an huet sech iwwerluecht: „ Dann hätt ech
gär: D’Ophale vu Kricher op derÂerd, besser Konditioune fir d’Kanner an d’Familljen an der Gesellschaft,
Aarbechtfir jiddereen, Ausbildungsplaze fir Jugendlech, eng gerecht Behandlung vun de Minoritéiten, ... “ Dunn ass
den Engel him an d’Wuert gefall: „Entschëllegt jonke Mënsch, dir hutt mech falsch verstan. Mir verkafen hei keng
Friichten, mir verkafen de Som! “
Dass et net sou einfach ass, an eiser haiteger Zäit de richtege Som ze fanne fir eng besser Welt ze schafe wësse mer.
D’Visioun vun enger friddlecher Welt fënnt een als déi gréisste Visioun iwwerhaapt an de Schrëfte vu Bahâ'u'llâh,
Begrënner vum Bahâ’i Glawen. Viru méi wéi 100 Joer huet hie sech un d’Weltleadere geriicht a sinn opgefuerdert
sech zesummenzesetze fir Fridden an der Welt ze schafen.
Dast dëst Thema méi wéi je aktuell ass, weist en Artikel an der Zäitschrëft P.M. déi elo just erauskoum.
D’Iwwerschrëft seet: Come together an d’Bild ënnendrënner weist e riesege Stull, wou d’Leadere vun der Welt
dropstinn an ënnert dem Stull gesäit en eis Äerd. Den Artikel seet: „Den Irak-Krich huet et erëm gewisen: Kee
Land, wann och nach sou mächteg, ass an der Lag, als Weltpolizist, Fridden ze schafen. De Ruff no enger staarker
Weltregierung gëtt ëmmer méi staark. Si soll Recht an Uerdnung an de State vun der Âerd duerchsetzen. Wa néideg
mat Gewalt. Awer dës Weltregierung géif onweigerlech zur Diktatur féieren. Wëssenschaftler gesinn déi eenzeg
Léisung an enger ganz neier Weltpolitik - a gemeinsamer Verantwortung. D ’Zauberwuert heescht: „ Global
Governance “. De Professer Franz Nuscheler beschreift, wéi dat fonktionéiere kënnt. “ Weider heescht et:
„Mateneen - Eifersiichteg op seng eegen Interessen ze setze bréngt soss näischt wéi Krich a Konflikter. Aus dësem
Däiwelskrees komme mer nëmmen dann eraus, wann an de Staten eng Asiicht wiisst, dass mer Fridden nëmme
kënnen zesumme schafen. D 'Denkmodell „ Global Governance “ weist de Wee zu dësem Zil. “
Méi Virschléi zum Thema Global Govemance fënnt een zum Beispill am Dokument: Wendezeit fiir die Nationen, e
Statement vun der intemationaler Bahâ’i Gemeng, erausginn 1996, also vimn aacht Joer! Als Bahâ’i ass et e grousst
Encouragement, ze gesinn, dass d’Prophezeiungen an d’Visiounen déi een an de Bahâ’i Schrëfte fënnt, eiser
haiteger Realitéit ëmmer méi no kommen, an dass méi a méi zäitgenëssesch Denker a Wëssenschaftler op hir
Manéier zu de selwechte Konklusioune kommen, ouni selwer Bahâ’i ze sinn oder d’Bahâ’i Schrëften ze kennen.
Bahâ'u'llâh schreift: „D’Welt ass aus dem Gläichgewiicht geroden duerch d’Schwongkraaft vun dëser gréissten,
dëser neier Weltuerdnung. D’gereegelt Liewe vun der Mënschheet ass opgewullt duerch d’Wierke vun dësem
eenzegaartegen, dësem erstaunleche System, desgläichen na kee stierflecht A jee gesinn huet. “ 1
220a Buchvirstellung: Honnert Bréiwer u Gott
220t Sendung, 16ten a 17te Juli 2004. Honnert Bréiwer u Gott ass den Titel vun engem neie Buch, op Franséisch.
Geschriwwe vu Fraen a Männer, déi reliéis sinn oder och net: Äerzbëscheef, Shéiken, Mönche, Paschtéier,
Rabbiner, Bahâ’i oder Buddhisten, Schrëftsteller, Intellektueller, Joumalisten, Philosophen oder Wëssenschaftler
aus Europa, Afrika oder dem Orient. Si all bezeien méi wéi jee d’Noutwendegkeet vun engem Dialog. An dësem
Buch drécken si hire Glawen aus, hir Zweifelen, hir Revolt, hir intiimst Froen, hir Hoffnungen an hir Verzweiflung.
Op dës honnert Bréiwer och pathetesch sinn, oder violent, poetesch, erfrëschend, si stellen all en eenzegaartegt
Mosaik duer vun der Sich vun de Mënschen.
1 Bahâ'u'llâh, Ährenlese, s.70
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 157 -
Aus dem Franséischen iwwersat a fir iech ausgewielt ee vun dësen honnert Bréiwer u Gott, an zwar vum Hélène
Guyot-Sander, Maitre de conférences vun der Universitéit Blaise-Pascal a Member vum Bahâ’i Glawen.
Mäi Gott,
D’Iddi fir dir ze schreiwe wier mer bestëmmt net komm an huet mech fir d’éischt emol zum Nodenke bruecht. Ass
et sënnvoll Dir ze schreiwen, Dir dee mäin Häerz a meng Gedanke liest, sou wéi ech et selwer ni kéint maachen? A
wie sinn ech fir mir esou eppes ze erlaben.
Mee anerwäerts schwätzen ech jo souwisou mat dir, an do gëllen déi selwecht Iwwerleeungen, genau sou wéi
d’Gebiet wou ech och mengen dass et net deem entsprécht wat s du vu mir erwaarts. Zu gläicher Zäit huet et mer
geschéngt wéi wann dëse Bréif eng gutt Geleeëenheet wier mech un dech mat enger méi grousser Reflexioun ze
riichten, och wann et net méiglech ass, alles auszedrécken wat ech spieren. Ech hunn also geschriwwen, mee ech si
mer voll a ganz bewosst dass am Absolutten, näischt vun deem wat ech schreiwe kann, convenable ass fir dech.
Ech froen dech och, mäin Herr, des Zeilen ze akzeptéiere fir dat wat se sinn: e mënschlechen Ausdrock, onendlech
onperfekt, onendlech kleng vis-â-vis vun deem onendlech Groussen, deem wat een net wësse kann.
Fir d’éischt emol wollt ech Dir mäi Gefill vun Dankbarkeet ausdrécken an d’Guttheet déi s Du eis weis.
D’Räichheet vun der ganzer Schëpfung an d’Räichheet vun all de Wiesen déi d’Mënschheet ausmaachen, kënne
sech nëmme wonneren iwwer all Liewewiesen dat mat Perzeptioun begabt 1 ass. All Dag sinn ech Dir dankbar wann
ech d’Natur ronderëm mer observéieren, well s du eis d’Sënne ginn hues. An ech si mer dees all Kéiers voll bewosst
wann ech an deem aneren nëmmen dat gesinn wat hien erhieft.
Ech soen der merci mäi Gott, fir dës Schéinheet a fir all dës Qualitéiten déi s du an eis mënschlech Realitéite gesat
hues. Ech hu verstan dass et un eis ass, sech deem bewosst ze ginn, dës gutt Qualitéiten an eis ze entdecken an se ze
exploitéieren. Wat net ëmmer eng einfach Saach ass. Mee ech mengen dass dat wat s du vun eis verlaangs ass keng
einfach Saach, sief dat den Eenzelnen oder d’Mënschheet a sengem Ganzen.
Wat de Mënsch ugeet, sou geet et fir d’éischt emol drëm ze gleewen. An dat obschonn et keng Beweiser ginn. An
dann heescht et follegen, ouni ëmmer sécher ze sinn dass ee wierklech verstanen huet, weder wéi nach firwat. An
am allgemengen, dat akzeptéiere wat s du fir eis entscheeds, an deem mer Vertrauen hunn an d’Tatsaach dass Deng
Gerechtegkeet net eis Gerechtegkeet ass an dass du dat wäerts wiele wat eis passt. Et fallt mer heiansdo schwéier,
mäi Gott, einfach ze akzeptéieren, och wann s du schreifs dass du kengem eng Laascht gëss, déi hien net erdroe
kann.
Et ass elo un der Mënschheet fir hir Eenheet ze realiséieren. Fir een eenzegt Vollek ze ginn, iwwer d’Länner,
d’Rassen an d’Reliounen eweg, och wann et heiansdo schwéier ass dës Eenheet an der Famill, ënnert den Noperen
an op der Aarbecht ze erreechen.
Ouni Zweifel ass dat eng Erausfüerderung, an awer gesinn ech, mäi Gott, dass dës Eenheet sech mécht, dass
iwwerall op der Welt, Fraen a Männer, vun allen Originnen, vun allen Hautfaarwen, sech zesummen erhuewen hunn
fir dass Kricher a Leed ophalen an dass sech Fridden a Gerechtegkeet etabléiert. De Wee ass oft schwéier, mee mir
komme virun, mam Präis vun individuellen a solidareschen Efforten, a mir si frou.
Mäi Gott, vill vun eis wëssen dass du existéiers a mir hunn dech gär.
An da ginn et nach all déi, déi ganz einfach an hirem Häerz Deng Léift fir eis nach net entdeckt hunn, an nach ni an
hirem Wiesen d’Kraaft vun denger Kreatioun gespuert hunn.
Papp, deen s du eis gär hues, verzei eis fir all dat wat mir maachen an hëllef eis fir dass mir dës Welt ännere kënnen.
Wat mech ubelaangt, weess ech wat s du mir ginn hues, an dat wëll ech an den Déngscht vun deene setzen, déi s du
gär hues. Ech ka just mat engem Gebiet ophalen, a Form vun engem Glaawensbekenntnes: „ Wann däi Vollek emol
léiert, dech ze kennen, o mäi Gott, wäert et Däi Wee net verloossen. “
221 Buchvirstellung : D’Liewen ass e Paradis, zu deem mir de Schlëssel fanne kënnen
221t Sendung. Léif Radio ARA Nolauschterer. De Summer ass endlech do a sou muncher ee geet elo vläicht an e
Bicherbutték fir sech e Buch ze kafe fir an der Vakanz ze liesen. Dat hunn ech gemaach an ech hunn am Herder
spektrum Verlag en neit Buch vum Nosrat Peseschkian fonnt: D ’Liewen ass e Paradis, zu dem mir de Schlëssel
fanne kënnen. D’Buch ass net ze grouss a passt an all Täsch, an net ze deier mat just iwwer sechs Euro. Am Buch
fënnt een eng Rei vu Wäisheetsgeschichten, erzielt vum Meeschter vun der positiver Psychologie. Aus enger
verfuerener Situatioun mécht sech en Auswee op, en Aha-Erliefnes féiert zu engem Laachen, dat ee fräi mécht. An
1 talentéiert
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 158 -
dat mat kuerze Bemierkunge vun engem Therapeut mat Erfahrung. E Geschenk fir all déi, déi d’Liewe munchmol
fir net grad sou paradisesch halen - a fir all déi, déi sech paradiesesch Inselen an hirem Alldag séchere wëllen.
Hei elo eng vun deene ville Geschichten aus dem Buch, mam Titel: De klengen Ënnerscheed. En orientalesche
Kinnek hat en ängschtlechen Dram. Hien huet gedreemt, dass hien all seng Zänn, een nom aner, verluer huet.
Beonrouegt rifft en eng Persoun, déi sech mat Dreem an hirem Sënn auskennt, fir him ze soen wat dat bedeit. „Ech
muss iech leider soen “ seet hien dem Kinnek, „ dass dir genee sou wéi är Zänn, all är Familljememberen, een nom
anere verléier wäert. “ Dorops hi gouf de Kinnek rosen an huet de Mann, deen him näischt besseres konnt soen, an
de Prisong gehäit. Dunn huet en eng aner Persoun gefrot fir him d’Bedeitung vu sengem Dram ze erklären. De
Mann huet sech den Dram unhéieren a sot: „Ech si frou iech kënnen engfreedeg Nouvell matzedeelen. Dir gitt méi
al wéi jiddereen aus ärer Famill an dir wäert si all iwwerliewen. “ De Kinnek war immens frou an huet hie räich
belount fir seng Wierder. Déi aner Leit um Haff hue sech doriwwer gewonnert an zum Mann gesot: „Du hues dach
am Fong näischt anescht gesot wéi däi Virgänger. Firwat ass hie bestroft ginn an du goufs belount? “ „Majo, mir
hu jo allenzwee dee gläichen Dram héieren. Awer et kënnt net nëmmen drop un, wat ee seet, mee och wéi een eppes
seet. “
Souwäit d’Geschicht an da fënnt een no all Geschicht eng kleng Erklärung. Bei dëser Geschicht ass d’Thema
d’Dugend vun der Héiflechkeet. Héiflechkeet mécht villes méi einfach. Dat heescht net, dass ee litt, mee dass een
d’Wourecht op eng fréndlech Manéier seet, sou dass deen aneren se och akzeptéiere kann.
Passend dozou fënnt een an de Bahâ’i Schrëfte wéi wichteg et ass an alle Situatioune frëndlech ze sinn, eppes wat
wierklech net einfach ass: Abdu'l-Baha schreift: „Engfréndlech Zong ass e Magnéit fir d’Häerzer vun de
Mënschen. Si ass d’Brout vum Geescht, si kleet d’Wierder mat Bedeitung, si ass d’Liichtquell vun der Wäisheet a
vum Verstand. “
Ofschléissend, nach e puer Gedanken zum Gléck: „Fir d'Paradis ze sichen, muss een Energie aktivéieren: Et gëtt
kee Lift fir bei d’Gléck ze kommen. Et muss een d’Trap huelen. “
An iwwer d’Wierklechkeet schreift de George Bernard Shaw: „D’Schwieregkeet besteet net doranner, dass et keng
schéi Wierklechkeete gëtt, mee doranner, dass sou wéineg vun eis se erkennen, wa mer hinne begéinen. “
222 All Relioune sinn eng
222t Sendung, 6ten a 7ten August 2004. Léif Radio ARA Nolauschterer. An den nächsten Emissioune géif ech iech
gär eng Rei vu Brochüre virstellen, déi zu verschidden Themen d’Astellung vum Bahâ’i Glawe ginn. Fir unzefänke
proposéieren ech iech d’Opfaassung dass all Reliounen eng sinn. Wéi kann een dat aus der Bahâ’i Siicht verstoen?
D’Bahâ’i gleewen dass Relioun sech entwéckelt vun engem Zäitalter zum aneren, sou wéi d’Bedingunge
changéieren an der Mënschheet hir geeschteg Fäegkeet sech entwéckelt. Wann een sech d’Schrëfte vun all de
grousse Reliounen genee ukukt, fënnt een, dass déi geeschteg Wourechten, wéi zum Beispill de Message vun der
Léift, d’Noutwendigkeet fir éierlech, wahrhafteg a reng ze sinn, dass een dës Wourechten an all Relioun erëmfënnt.
D’Bahâ’i Schrëfte bestätegen dass dës „Foundatioune vun der Relioun vu Gott, déi geeschteg sinn an déi
d’Dugende vun der Mënschheet sinn, net kënne geännert ginn; si sinn .. éiweg a ginn am Zyklus vun all Prophéit
erneiert. “ 1 2
Gott ass net erfaassbar, et kann een en net kennen. Eng Kreatur kann ni säi Schëpfer verstoen, net méi wéi e Bild
kann de Kënschtler verstoen, deen d’Bild gemoolt huet. Dofir schéckt Gott eis an all Zäitalter eng Persoun, duerch
deen Hien der Mënschheet seng Qualitéite kann offenbaren. D’Bahâ’i gebrauchen den Ausdrock Manifestatioune vu
Gott wa si vu Prophete schwätzen. D’Bahâ’i gleewen, dat ënnert aneren, Krishna, Moses, Buddha, Christus,
Mohammed a Bahâ'u'llâh Manifestatioune vu Gott sinn. All Manifestatioun vu Gott ass eng Persoun mat engem
Numm a mat senger eegener Perséinlechkeet, a mat materielle Besoienen, awer op engem aneren Niveau, si sinn
alleguer en Deel vum selwechte gëttleche Geescht.
Dofir ass et och, dass eng Manifestatiou heiansdo als Gott schwätzt an heiansdo als e Mënsch. Sou huet Christus
gesot: „Ech a mäi Papp sinn enges. “ (John 10,v30) an op enger aner Plaz liest een an der Bibel: „Firwat nenns du
mech gutt? Et ass kee gutt ausser engem, an dat ass Gott. “ (Mark 10,vl8)
1 Eine freundliche Zunge ist ein Magnet für die Menschenherzen. Sie ist das Brot des Geistes, sie kleidet die Worte in Bedeutung, sie ist der Lichtquell der Weisheit und des
Verstehens." Abdu'l-Baha, Auf den Pfaden der Gottesliebe
Un langage bienveillant est l’aimant qui attire les coeurs des hommes. C'est le pain de l'esprit qui revët les mots de signißcation; c'est la fontaine d'oü coule la lumière de la sagesse
et de la compréhension. Bahâ'u'lläh, "Extraits des écrits de Bahâ'u'llâh", p. 190
2 LSA of the Bahâ ’is of Warwick, quotations from the Bahâ ’i writings
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 159 -
All Prophet, dee mat der Stëmm vu Gott schwätzt, baut op de Prophete virun him op. A fréieren Zäiten zum Beispill
huet ee Frëndlechkeet a Frëndschaft an der Famill gewisen, dunn am Stamm. Christus huet e Beispill gebraucht fir
de Leit aus där Zäit ze weisen dass een eng Persoun aus engem anere Stamm als säin Noper betruechte soll. Elo
huet Bahâ'u'llâh et däitlech gemaach, dass all Persoun op der Welt eisen Noper ass, well „D’Äerd ass nëmmen ee
Land an all Mënsche si seng Bierger. “
„Deen zweeten Deel vun der Relioun vu Gott, dee sech op d’materiell Welt hezitt, an deen d ’Faaschten, d’Gebiet,
d’Hochzäit an d’Scheedung ëmfaasst, d’Ofschafung vun der Sklaverei, ... dësen Deel vum Gesetz vu Gott, dee sech
op materiell Saache bezitt, gëtt geännert en accord mat de Noutwendegkeete vun der Zäit. “
Ausserdeem liese mer an de Bahâ’i Schrëften: ,,/ill Zäitalter huet hir eege Problemer an all Séil hir eegen
Aspiratioun. D ’Medezin déi d’Welt an hiren haitege Problemer brauch kann ni déi selwecht sinn wéi déi, déi si an
aneren Zäitaltere vläicht brauch. “
Sou kann een zum Beispill d’Gesetzer vu Moses a vu Christus vergläichen. Moses krut säi Message vu Gott fir Leit
déi stänneg op der Wanderung waren an dat ënner schwéieren Ëmstänn. Sou huet Moses geléiert: „ en A fir en A an
en Zantfir en Zant“, an dat als eng méi praktesch Approche zur Gerechtegkéit wéi dat bis dohinn de Gebrauch war.
Spéider zur Zäit vu Jesus huet hien de Leit geroden „och deen anere Bak dohinnerzehalen “.
Et ass esou wéi wann d’Mënschheet an eng Schoul geet. An all Klass léiert den Enseignant nëmmen dat wat
d’Kanner och fäeg sinn ze verstoen. D’Manifestatioun vu Gott leet spezielle Wäert op déi Saachen, déi fir déi Zäit
néideg sinn.
Een Deel vun der Relioun gëtt net erneiert, an zwar d’Traditiounen déi de Mënsch geschaf huet. Si ginn op der Säit
gelooss wann eng nei Manifestatioun vu Gott kënnt. Dëse Prozess vu Gott, wou Hie sech der Mënschheet offenbaart
ass e Prozess ouni Enn. All Manifestatioun ass eng Luucht déi mam Liicht vu Gott straalt. Mir mussen oppassen
dass mir eis net zevill un d’Luucht attachéieren, mee éischter un d’Léift vum Liicht déi aus der Luucht kënnt.
Dëse Prozess vun der Relioun ass dee selwechte Prozess vu Gott wou Hien der Mënschheet eng Basis gëtt wou deen
Eenzelnen awer och d’Gesellschaft Spiritualitéit entwéckele kann. D’Bahâ’i gleewen dass d’Mënscheet als e Ganzt,
sech iwwer d’Jorhonnerten entwéckelt huet a grouss an erwuesse ginn ass. D’Basis vun der Offenbarung vu
Bahâ'u'llâh ass d’Eenheet, d’Eenheet vun alle Leit, déi zesummen an Harmonie fir dat Gutt vun alle schaffen.
D’Manifestatioune vu Gott si wéi perfekt Spigelen, déi d’Liicht vu Gott reflektéieren. Wa mer an d’Sonn kucken,
déi sech am Spigel reflektéiert, kënne mer mat aller Wourecht soen, dass mer d’Sonn gesinn hunn. Mee d’Sonn ass
net aus dem Himmel erofkomm an de Spigel. Genee sou ass et mat de Manifestatiounen: si si perfekt Spigelen an
deene mer den Härgott kënne gesinn.
An eisem Liewe kënne mir eis Häerzer fräi maache vum Stëbs vun der materieller Welt an esou kënne mir besser
d’Léift vu Gott reflektéieren. Mir kënnen d’Gesetzer vu Gott befollegen, déi Hien eis fir dëst Zäitalter ginn huet. An
de Bahâ’i Schrëfte liese mer: „AII Natioune wäerten eng ginn; all Relioune wäerte sech vereenegen; d’Mënschen
alleguer wäerten eng Famill ginn. “
223 Wierder déi inspiréieren
223t Sendung, 13ten a 14ten August 2004. Léif Radio ARA Nolauschterer. An dëser Emissioun fannt dir eng Rei vu
schéinen Zitater aus de Bahâ’i Schrëften zu verschidden Themen, déi iech hoffentlech ureegen an iech e bëssen
Inspiratioun ginn fir dëse schéine Summer. D’Bahâ’i Schrëften hu vill Rotschléi wéi ee säi Liewe liewe kann.
Wierklecht Gléck:
„De Mënsch ass a Wierklechkeet e geeschtegt Wiesen, an nëmme wann hien am Geescht lieft, ass e wierklech
glécklech D ’Welt ass nëmmen eng Schow, si ass näischt an eidel, si gläicht der Realitéit. Klammert iech net fest un
si.Deen, deen sech selwer opgëtt, huet wierklech Freed.Sittt op, a mat der Kraaft vun der Muecht Gottes, gitt iech
drun iwwer iech selwer ze gewannen. “
Een deen anere gär hunn:
“Déi beschte Manéier dem Härgott Merci ze soen, ass een deen anere gären ze hunn. Wann e Mënsch säi Gesiicht
Gott zoudréint, fënnt hien d’Sonn iwwerall. All Mënsche si seng Bridder.Gitt all Mënsch deem dir begéint eng Léift
ouni Grenzen.Beméit iech jidderengem, deem dir begéint, eppes guddes ze man, a sidd him vun Notzen. “
Positiv sinn:
„Pass op dass du kengem seng Gefiller verletz, oder dass du engem wéi dees, oder dass du bei engem iergendengem
Feeler fënns.Sief ongerecht mat kengem.Luet kenger Séil eng Laascht op, déi dir selwer net droe wëllt, a wënscht
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 160 -
kengem eppes, wat dir iech net selwer wënscht. l Pass op, dass du kee vun deene bass, déi anere gudde Rod ginn
awer selwer vergëss dëse Rot ze beuechten. “
Eenheet an Harmonie:
„ Verkéier mat all Mënsch an engem Geescht vu Frëndlechkeet a Frëndschaft.D’Verschiddenheet an der
mënschlecher Famill soll d’Ursaach si vu Léift an Harmonie, sou wéi et an der Musek ass, wou vill verschidden
Nouten sech zesummen dinn an engem perfekten Accord. “
Gutt Doten:
„Mir sollten alleguer déi Krank besichen. Wa si am Trauer sinn a leiden ass eng richteg Hëllef an nëtzlech wann e
Frënd op Besuch kënnt.Et soll ee säi Glawen am Alldag weisen, sou dass d’Welt gesäit wéi e Liicht an de Gesiichter
straalt. En hellt a glécklecht Gesiicht erfreet d 'Leit iwwerall.Gitt iech Méi dass är Doten Dagfir Dag wonnerschéi
Gebieder ginn. “
Der ganzer Welt en Déngscht erweisen:
„Deen ass wierklech e Mënsch haut, deen sech dem Déngscht vun der ganzer Mënschheet hirgëtt.Beschäftegt iech
net mat ären eegenen Affäiren; fixéiert är Gedanken op dat wat zum Wuel vun der ganzer Mënschheet féiert. “
An ofschléissend dës kleng orientalesch Wäisheet: Fir d’éischt d’Zil, dann de Wee.
„ Wien d’Zil kennt, kann entscheeden. Wien entscheed, fënnt Rou. Wie Rou fënnt ass sécher. Wie sécher ass, kann
iwwerleeën. Wien iwwerleet, ka verbesseren. “
224 Beweiser dass Gott existéiert
224t Sendung, 20ten an 21ten August 2004. Dës Woch hat ech d’Geleeënheet un der Belscher Bahâ’i
Summerschoul deelzehuelen. Eng 120km wäit ewech vu Lëtzebuerg, bei Ciney, an dat an engem schéine Schlass
mat vill Gréngs ronderëm. Haaptinvité war den Här Nakhjavani mat senger Fra, fréiere Member vum héchste
Bahâ’i Gremium zu Haifa, am Weltzentrum an Israel. Owes nom Iessen huet hie Froe beäntwert an eng vun de
Froen huet mir besonnesch gutt gefall. Déi vun engem Jugendlechen, dee freet: Wéi kann ech menger Schwëster vu
15 Joer beweisen, dass Gott existéiert? D’Äntwert vum Här Nakhjavani baséiert sech op deem wat een an de Bahâ’i
Schëfte fënnt. Hei e puer vun de Gedanken un déi ech mech erënnere kann an och e puer Zeilen aus de Bahâ’i
Schrëften:
’Abdu'l-Bahâ schreift uganks vum leschte Jorhonnert: En onwidderleebare Beweis fir d’Existenz vu Gott ass
d’Tatsaach dass sech de Mënsch net selwer erschaf huet. Säi Schëpfer ass en anere wéi hie selwer. 2 E schwaacht
Geschëpf kann net de Schëpfer vun engem anere Wiese sinn. Am Schëpfer mussen all Vollkommenheete vereent
sinn, fir dass hien erschafe kann. Wier et méiglech dass d’Schëpfung vollkommen ass an de Schëpfer
onvollkommen? Ass et denkbar, dass e Bild e Meeschterwierk ass an dass de Moler net vollkommen ass a senger
Konscht? D’Bild ass dach seng Konscht a seng Schëpfung. Neen, d’Bild kann dem Moler net emol gläichkommen,
well wann et wéi hie wier, da kéint et sech jo selwer molen. Wéi vollkommen d’Bild och ass, so bleift et dach am
Vergläich zum Moler ganz onvollkommen.
Kuckt een zum Beispill de Mënsch, da gesäit een, dass e schwaach ass. Dës Schwächt vum Mënsch ass e Beweis
vun der Stäerkt, well wann et keng Stäerkt géif ginn, kéint een sech d’Schwächt net virstellen. D’Schwächt selwer
weist eis dass et an der Welt Stäerkt muss ginn. Eng aner Schwächt an dëser bedéngte Welt ass d’Aarmut. Ouni
Zweiwel muss et och Räichtum ginn. An dëser Welt gëtt et och Onwëssenheet. Dofir muss et och Wësse ginn, well
soss kéint een och keng Onwëssenheet feststellen. Et ass sécher, dass dës ganz Welt enger Uerdnung a Gesetzer
ënnerläit, deene si sech net entzéie kann. Souguer de Mënsch ass dem Doud, dem Schlof an aner Naturgesetzer
ënnerleeën. Also gëtt de Mënsch beherrscht, an dofir muss et sécher och en Herrscher ginn. Well Ofhängegkeet eng
wesentlech Noutwendegkeet ass, muss et och en onofhängegt Wiese ginn. Sou erkenne mer zum Beispill un engem
Kranken, dass et Gesondheet muss ginn, well ouni Gesondheet géif et och keng Krankheet ginn. Aus all deem kann
ee schléissen, dass et en éiwegen Allmächtege gëtt an een deen all d’Vollkommenheeten a sech vereent, wëll hätt en
dat net, da wier Hie senge Geschëpfer gläich. Dofir beweist déi klengst erschafent Saach op dëser Welt dass et e
Schëpfer gëtt. Zum Beispill beweist e Stéck Brout, dass och een dat Brout gebak huet.
Wéi wier et méiglech dass dëst gewaltegt an onendlecht Weltall sech selwer soll erschaf hunn? Dozou gëtt eng
kleng Geschicht wou zwee Wëssenschaftler, zwee Astronomen andauerend diskutéieren, well een u Gott gleeft an
deen aneren net. Deen deen u Gott gleeft léisst sech eng afalen. Wärend engem Joer, ouni sengem Kolleg eppes ze
soen, bastelt hien un engem Modell vum Universum wat hien an engem Zëmmer opriicht. Wéi hie fäerdeg ass,
invitéiert hie säi Kolleg bei sech. Hie seet him: Ech hunn eng Iwwerraschung fir dech. Maach d’Dier op an da
1 Baha'u'llah, Aehrenlese
2 Abdu'l-Bahâ, Beantwortete Fragen, Bahâ ’i Verlag 1954
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 161 -
gesäis de. Wéi säi Kolleg, dee jo net u Gott gleeft dat mécht, fénnt hien en Zëmmer mat engem rise Modell vum
Universum, mat de Planéiten, der Sonn, Galaxien, enfm, einfach immens. Hien ass esou erstaunt a seet zu sengem
Frënd: Dat do ass jo fantastesch, immens. Wien huet dat gemaach? A säi Kolleg äntwert him: Keen, guer keen, dat
war einfach a mengem Zëmmer.
225 De Juddentum an de Bahâ’f Glawen 42
225t Sendung, 27ten an 28ten August 2004. De Juddentum ass eng vun den eelste Weltreliounen a baséiert op enger
Rei vu Propheten a Gottesoffenbarer, déi de Wëlle Gottes iwwer vill Jorhonnerten offenbaart hunn. D’Judde gesinn
et als hir Flicht d’Gesetzer vu Gott ze befollegen, an dat sou gutt wéi si et no hirem Verständnes kënnen. Gott
versprécht hinnen dann op si opzepassen a si op hirem Wee ze leeden.
D’Bahâ’i gleewen, dass dës Féierung duerch d’Zäiten a Jorhonnerten net opgehalen huet an dass Bahâ'u'llâh dee
leschte vun dëse Gottesoffenbarer ass. Gutt verstanen dee leschte wëllt hei net heeschen dass kee méi no Bahâ'u'llâh
kënnt, mee dass Bahâ'u'llâh de Gottesoffenbarer fir eist Zäitalter ass. Bahâ'u'llâh gouf 1817 a Persien, am haitegen
Iran, gebuer. D’Bahâ’i gleewen, dass Hien dee Prophet ass, op deen all d’Relioune gewaart hunn.
A senge Schrëfte leet Bahâ'u'llâh e grousse Wäert op d’Eenheet vu Gott, dee Gott dee mer ni kënne verstoen. Déi
gëttlech Begrënner vun der Relioun, wéi den Abraham, de Moses, de Jesus, de Mohammet a Bahâ'u'llâh, sinn, fir
dat jeeweilegt Zäitalter d’Stëmm vu Gott, ouni awer Gott selwer ze sinn. Gott, a senger Essenz, bleift
onbeschreifbar wäit ewech vu senge Kreaturen. An hire Persounen an duerch hir Léieren gi si der Mënschheet de
Wëlle vu Gott fir hir Zäit. Déi fundamental Wourechte vun der Relioun bleiwen déi selwecht a kënne weider
developpéiert ginn. Verschidde sozial Léiere kënnen änneren, an dat entsprécht den Noutwendegkeete vun der Zäit.
De Moses huet zum Beispill Geboter bruecht fir d’Gesellschaft, fir déi si an der Zäit vum Abraham nach net prett
waren. Haut féiert Bahâ'u'llâh dës Léiere weider, un eis Zäit ugepasst.
Et gi vill Prophezeiungen an de jiddesche Schrëften iwwer d’Komme vum Verheeschenen. Aus dëse Schrëfte geet
kloer ervir, dass Hie vum Osten an d’Hellegt Land kënnt. Dat fënnt een am alen Testament, Ezekiel, 43:2.
Bahâ'u'llâh, wat op Lëtzebuergesch D ’Herrlechkeet Gottes bedeit, koum aus Persien, wat östlech vum hellege Land
ass. A weider fënnt een am alen Testamen, Ezekiel, 43:4 An d’Herrlechkeet vum Här koum an d’Haus duerch
d’Paart, déi aus dem Osten ass. Déi Persoun déi koum fir Bahâ'u'llâh de Wee virzebereeden war de Bâb, wat eng
Dier oder eng Paart heescht.
Well Bahâ'u'llâh gesot huet dass Hien e Gottesoffenbarer wier, gouf Hien als Prisonéier an den Exil geschéckt an
dat duerch verschidden Deeler vum tierkesche Räich a schliesslech bis an d’hellegt Land. Dës Prophezeiung fënnt
een alt erëm am alen Testament, beim Micha, 7: 10-12.
Nach e puer Wuert zum hellege Land, dem haitegen Israel. De Mont Carmel, de Bierg Carmel zu Haifa, ass déi
Plaz, wou, op Uweisung vu Bahâ'u'llâh, e wonnerschéint Mausoleum vum Bâb entstanen ass, an ëmgi vu Gäert. An
dëse friddleche Gäert stinn haut d’Gebeier déi d’Weltzentrum vum Bahâ’i Glawen ausmaachen. Bahâ'u'llâh selwer
läit net wäit ewech zu Akka begruewen. Fir d’Bahâ’i ass dësen Deel vum hellege Land déi hellegst Plaz op der
Äerd. D’Bahâ’i Prophezeiunge soen, dass déi zwou Stiet, Haifa an Akko an der Zukunft d’Haaptstad vun enger
fëderéierter Welt ginn.
Wat d’Famill ubelaangt, sou ass si de Kär vun der Gesellschaft. Duefir ass et liewenswichteg dass d’Famill op eng
gesond Aart a Weis fonktionéiert. D’Rechter vun all Familljemember duerfen net iwwerschratt ginn. Respekt fir
d’Eltere bleift weiderhi wichteg.
Fir d’Bahâ’i, genee sou wéi fir d’Judden, hänkt d’Stabilitéit an de Fortschrëtt vun der Famill vun hirer Eenheet of:
Wann an enger Famill Léift an Averständnis existéieren, wäert dës Famill an allen Hisiichte virukommen.
An dësem Zäitalter léiert Bahâ'u'llâh eis, dass d’ganz Mënschheet wéi eng Famill muss ginn. „D 'Verschiddenheet
an der mënschlecher Famill soll d’Ursaach vu Léift an Harmonie sinn, sou wéi et an der Musek ass, wou vill
verschidden Nouten sech zesummendinn fir e perfekten Accord ze maachen. “
An zum Thema Gerechtegkeet seet Bahâ'u'llâh dass d’Ursaach vun der Gerechtegkeet, d’Erschénge vun Eenheet
ënnert de Mënschen ass. D’Léiere vu Bahâ'u'llâh baséieren op de Prinzipie vun der Gerechtegkeet an der Eenheet.
Dozou gehéieren: d’Ofschafe vun all Zort vu Virurteeler, d’Gläichberechtegung vu Frae mat de Männer, eng
geeschteg Attitude zu der Wirtschaft, d’Eweghuele vun Aarmut, Erzéiung fir jiddereen, e weltwäit
Friddensofkommen, eng Weltfederatioun, an eng gemeinsam Sprooch fir eng Weltkommunikatioun.
An dësem neien Zäitalter rifft Bahâ'u'llâh d’Mënschen op, seng Uweisungen ze beuechten.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 162 -
226 Dausend Schüler solle sech zum Islam bekéieren oder op hir Studie verzichten
226t Sendung, 3ten a 4te September 2004. Mëtt September geet bei eis d’Schoul nees un, d’Spillschoul,
d’Primärschoul, d’Lycéeen, an am Oktober dann eis Universitéit. Virun allen den Iwwergank vum Lycée op d’Uni
ass e grousse Schrëtt am Liewe vun all Schüler. Dat ass esou sécher iwwerall op der Welt. An och am Iran. D’Freed
ass grouss an d’Erwaardunge sinn héich. Leider fillen sech am Iran eng ronn dausend Bahâ’i Studenten ugeschass.
Si kënnen sech entweder zum Islam bekennen oder si mussen hir Studien opginn.
Obschonn d’Regierung de Bahâ’f versprach hat, d’Diere vun den Universitéite fir si nees opzemaachen, an dat no
engem Verbuet vu méi wéi zwanzeg Joer, sinn déi héijer Studien de Bahâ’i en fait verbueden.
Viru sechs Méint waren déi jonk Bahâ’i voller Hoffnung a Freed, wéi déi iranesch Autoritéiten eng historesch
Décisioun geholl haten: vun elo un géif et keng Referenz méi, zu wéi enger Relioun ee gehéiert wann een sech fir
den Opnahmexamen an d’Uni aschreift. Eng immens Hoffnung also fir d’Bahâ’f, nodeem praktesch eng ganz
Generatioun net konnt héijer Studie maachen.
Dësen Draam ass awer zerfall. D’lescht Woch, eng ronn dausend Bahâ’i, déi hiren Opnahmexame gepackt haten hu
mat Schrecken entdeckt, dass si als Musulmaner agedroe waren. Obschonn d’Bahâ’i Versprieche gemaach kruten,
bestätegen déi iranesch Autoritéiten, dass den Zougank zu der Universitéit gläichgestallt ass mam Zoutrëtt zum
Islam. D’Bahâ’i Studenten am Iran sinn also gezwongen d’Universitéit opzeginn, well et soss sou wier dass si hire
Glawe géifen oflehnen an dass dat da vun den Autoritéite wéi e Beweis dofir wier.
„Et ass dat eng diskriminatoresch Moossnam déi hiren Numm net seet. Et ass elo méi wéi e Joer dass d’Regierung
de Bahâ Y Accès zu den héijer Studie versprécht, “ erkläert d’Vertriederin vun der internationaler Bahâ’i
Communautéit bei der UNO, d’Bani Dugal. „A Wierklechkeet wëllt d’Regierung se zwéngen hire Glawen ze
verneinen. Dës Moossnam geet géint all d ’Versécherungen, déi Iran der internationaler Communautéit ginn huet, a
hirem Wonsch déi reliéis Fréiheeten ze respektéieren, a virun allem verstèisst si géint déi international
Conventiounen am Bezuch op d’Mënscherechter déi den Iran ënnerschriwwen huet. “
D’Bahâ’i Gemeinschaft am Iran huet ëm déi 350.000 Memberen an ass déi gréisste reliéis Minoritéit am Land. Zënter
1979, Gebuertsdatum vun der islamescher Revolutioun, goufe méi wéi 200 Bahâ’i ëmbruecht, an honnerte goufen an de
Prisong gestach. Dausende vun hinne kruten den Zougank zu de Studie gespaart, Zougank zu der Aarbecht an der
Pensioun. Hir Kierfechter an all de grousse Stied am Land goufen zerstéiert. Si si keng Bierger, einfach wéinst hirem
reliéise Glawen.
Ofschléissend dëse klengen Text deen engem hëlleft beim Gebiet an der Meditatioun: „Maach d’Dier zou, just fir e
Moment, a sich bei dir de Fridden. Späer d’Dierzou virun der Welt an all hirem Kaméidi, a looss eran d’Stëll.
Maach deng Oueren zou, just fir e Moment, bis de nëmmen héiers, déi roueg kleng Stëmm déi pëspert. Alles ass an
der Rei well s du bass do. “ 1
227 Geschicht: de Bam
227t Sendung, lOten an 1 lte September 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer. Op dëser Plaz hutt dir vläicht schonn
eng oder déi aner Geschicht héieren. An haut hunn ech nees eng kleng fir iech. Geschichten hunn et a sech. Enger
Geschicht kann een nolauschteren a sech da selwer eng Meenung dazou maachen. Bei dëser Geschicht denken ech
un eis Welt an dat wat mir draus gemaach hunn an dat wat mir aus hir kënne maachen. Et ass d’Geschicht vun
engem Bam.
Et waren emol eng Kéier zwee Bridder, déi waren op der Juegd am Bësch. Enges Dags ware si vill méi wäit an de
Bësch era wéi gewéinlech. Déif am Bësch si si op e Bam gestouss, awer e Bam wéi si nach ni ee gesinn haten. Dëse
Bam war eenzeg ënnert deenen anere Beem am Bësch, vun enger aussergewéinlecher Gréisst a Schéinheet.
Ronderëm dëse Bam war e speziell dousse Geroch an en huet immens vill Friichte gedroen. E puer vun de Friichte
ware vum Bam erofgefall an dofir hunn déi zwee Bridder sech ënnert e gesat fir se am Schiet ze schmaachen. Esou
eng gutt Fruucht haten si nach ni gehat an den Emährungswäert hu si ganz séier gespuert.
Si hunn dann nach e puer vun den zeidege Friichten opgeraf fir se zréck bei hir Familljen ze huelen. Si wollten der
Famill matgi wat si fonnt hunn. Wéi déi aner d’Friichte bis geschmaach haten a wéi si héieren hunn, wéi d’Bridder
iwwer dëse wonnerbare Bam geschwat hunn, hu si beschloss hir siwe Saachen ze paken a mat de Bridder op déi
Plaz vum Bam ze goen fir sech do nidderzeloossen. An dat hu se gemaach.
1 www.tranquility-zone.org.uk Close the doorfor just a while - And seek thepeace within.- Shut out the world and all its noise - And let the silence in. - Closeyour ears for just a
while - Untilyou only hear - That still small voice that whisper - All is well foryou are here.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 163 -
An esou ass d’Zäit vergaangen an no ville Generatiounen sinn déi zwou Familljen zu engem groussen Duerf
gewuess an all d’Famillen hu friddlech an der Ëmgéigend vun dësem schéinen an aussergewéinleche Bam gelieft.
Um Bam waren och ëmmer genuch Friichte fir jiddereen a si konnten sech all un de Friichten erfreeën.
Mat de Joere si verchidde Geschichten a Legenden entstanen, wéi dann elo déi Bridder dëse Bam entdeckt hunn,
wéi e Brudder de Bam da fir d’éischt gesinn hat a wiem säin Entschloss et da war, fir mat de Famillen an d’Géigend
vum Bam ze plënneren. Mat der Zäit sinn och verschidden Nimm fir de Bam an d’Friichten ënnert de Familljen
entstanen. Obwuel de Bam ëmmer genuch Friichte fir jidderee ginn huet, ass Angscht a Mësstrauen ënnert de
Familljen gewuess, well jiddereen huet gefaart dass deen aneren ze vill Friichte sammele géif an dass hemo neméi
genuch do wär. A sou gouf et Streidereien a Grenze goufe gestallt, sou dass kee kéint op deem anere säi Gebitt
trieden fir d’Friichten ze huelen.
An du gouf iwwer déi verschidde Grenze gestridden a wat dann déi wierklech Grenz wier a wéi de Bam da géif
wierklech heeschen. Mat der Zäit goufen dës Streidereien ëmmer méi grouss a Leit goufe verletzt an et goufen der
souguer ëmbruecht. A sou koum et dass déi wonnerschéin Harmonie, dëse Fridden an dës Zesummenaarbecht, déi si
sou laang genoss hunn, elo anschéinend fir ëmmer verluer war.
No ville Joere vu Verwüstung ass versicht ginn, nees e bëssen Uerdnung ze schafen. Delegatioune goufe vun
deenen eenzelne Parteie gebilt a si hu probéiert sech zesummenzefannen, fir kënnen eng Léisung ze fannen. Mee et
war bal onméiglech sech eens ze ginn, wou a wéini si sech sollten treffen a vill vun de Parteie wollten sech net
treffen, ausser si kréiche Recht wat den Numm vum Bam an der Fruucht ubelaangt. Jiddereen huet u sengem Numm
fir de Bam festgehalen a wann déi aner net domat averstane sinn, kéint een ni eng friddlech Léisung fannen.
Ausserdeem wollten si net riskéieren, d’Wourecht mat den Iddien a Feeler vun den anere knaschteg ze man. Et
waren der souguer do déi geduecht hunn dass dëse Bam guer net sou extra wier a si gehu gemengt e kéint ëmgehae
ginn. A sou ass et eng gutt Zäit laang mat de Streidereie weidergaangen.
Awer do gouf et een dee matsen an der Feindséilegkeet an am Duerchemeen standhaft bliwwen ass. Een dee
weiderhi seng Schéinheet ginn huet, säi Schiet, seng Friichten fir jiddereen, ouni Diskriminatioun. De Bam.
Ofschléissend dëse Passage aus de Bahâ’i Schrëften: „Betruecht een deen anere net als Friemen, well dir sidd
alleguer d’Strale vun enger Sonn, d’Friichte vun engem Bam an d'Blieder vun engem Aascht.
228 Identitéit fir de Planéit
228t Sendung, 17ten an 18te September 2004. 100 Joer am Déngscht vun der Eenheet an der Verschiddenheet an
Europa. Léif Radio Ara Nolauschterer, D’Mënschheet wiisst aus hire Kannerschong eraus a gëtt erwuessen. Och
wann dat haut dacks schwéier festzestellen ass. D’Mënschheet ass haut mat Sécherheet neien Erausfuerdemnge
konfrontéiert. Eng dovunner ass déi vir déi sozial Uerdnung ze restmkturéieren. An dat ass net nëmmen d’Aufgab
vun de Politiker an aner Organisatiounen, mee et ass och d’Aufgab vun de Kënschtler, de Wëssenschaftler, vun den
Aarbechter an de Firmendirekteren, en fait et ass d’Aufgab vu jidderengem vun eis. Jidderee vun eis soll sech asetze
fir eng nei sozial Uerdnung. 1 2
D’Bahâ’i Gemeng proposéiert aacht Beräicher, déi ee soll speziell favoriséieren. Éischtens d’Wuel vum Eenzelne
genee sou wéi d’Wuel vun der Kollektivitéit favoriséieren. Zweetens, wann een op der Sich ass no praktesche
Léisunge fir d’Problemer vum Mënsch an der Gesellschaft, soll ee sech un ethesch Wäerter an u geeschteg
Prinzipien halen. Drëttens soll ee jiddereen encouragéieren, selwer den Haaptakteur vum soziale Changement ze
ginn. Soss ass een a bleift ee just en Zuschauer, e Spektateur, an dat ganz oft vu sengem eegene Liewen, an deem vu
senger Famill. Véiertens soll een Initiativen um Terrain favoriséieren, zesumme mat enger permanenter Formatioun.
Fënneftens soll jiddere kënne seng Talenter voll entwéckelen a jidderengem säi Potential soll am Déngscht vun der
Mënschheet agesat ginn. Sechstens, soll d’Gläichheet vu Mann a Fra favoriséiert ginn an d’Frae solle sech voll a
ganz an alle Beräicher vun der mënschlecher Aktivitéit bedeelege kënnen. Siwentens ass et wichteg dass mer eis
bewosst ginn, dass d’Mënschheet eng Eenheet duerstellt, déi et fäerdeg bréngt, all rassistesch, wirtschaftlech a
sozial Barrièren ze briechen. Als leschte Punkt op dëser Plaz setzt d’Bahâ’i Gemeng sech an, fir d’Konzept vum
Weltbierger, an dat mat engem reelle Partage vu Verantwortungen fir domat kënnen d’Wuel vu jidderengem ze
sécheren.
D’Bahâ’i gehéieren enger Weltgemeinschaft un, déi vun demokratesch gewielte Réit verwalt gëtt, an zwar an 182
Länner an an 11746 Stied an Dierfer an der Welt. Wat si belieft ass de Glawen an d’Eenheet vun der Mënschheet.
D’Bahâ’i ënnerhuele breetgefächert Aktivitéiten, ëmmer mam Zil fir Virurteeler ofzebauen, dass d’Mënscherechter
1 Nous ne considéronspersonne comme un étranger, car Bahâ'u'llâh a dit: 'Vous ëtes tous les rayons d'un seulsoleil, lesfiruits d'un seul arbre, et les feuilles d'une seule branche' (Abdu'l-Baha
a Londres)
2 L ’émergence d’une identitéplanétaire, brochure de l’exposition au Parlament Européen, 2003-2004
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 164 -
agehale ginn, fir d’Gläichheet ënnert de Fraen an de Männer ze fërderen, dass eis Kanner duerch Erzéiung
selbststänneg denken an handele kënnen, fir sozial, kulturell a wirtschaftlech Entwécklung ze fërderen an doduerch,
fir de Fridden ze schaffen.
Hir Inspiratioun fanne si an de Léiere vum Begrënner vum Bahâ’i Glawen, Bahâ'u'llâh, dee vun 1817-1892 gelieft
huet. An Europa hu sech déi éischt Bahâ’i Gemengen Enn vum 19te Jorhonnert etabléiert. Haut ginn et Bahâ’i an
allen europäesche Länner.
An éischter Linn soll Relioun eng Quell vu Motivatioun sinn, fir sech wëllen ze verbesseren an e bëssere Mënsch ze
ginn. D’Bahâ’i Gemeng vu Lëtzebuerg ass der fester Iwwerzeegung dass d’Relioune sollen zesummeschaffen, am
Déngscht vun der Mënschheet. Dofir sidd dir léif Nolauschterer häerzlech ageluede fir zesumme mat eis nei Weeër
fir eng besser Welt ze sichen. Dir fannt eis am Telefonsbuch, an der Stad oder um Internet ënnert bahai.
229 Mir sinn alleguer wéi eng Gittar
229t Sendung, 24ten an 25te September 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, An Tunesien gëtt et zënter méi wéi 50
Joer eng Bahâ’i Communautéit an ech hunn d’Chance mat enger Fra bestued ze sinn, déi an Tunesien opgewuess
ass. Hir Eltere si Judden, an an Tunesien ass den Islam déi grouss Majoritéit. Si ass zu Sousse an d’Schoul gaang, en
Intemat, dat vu chrëchtleche Schwëstere gefouert gouf. Si war also vun hirer Kandheet un, konfrontéiert mat dräi
grousse Reliounen. Spéider, op der Cöte d’Azur huet si fir d’éischt vum Bahâ’i Glawen héieren. Wärend eiser
klenger Vakanz an Tunesien ware mir frou, d’Bahâ’i vun do kennenzeléieren an eis un hire Gebietsowenter zu
Monastir an zu Tunis unzeschléissen.
Hei elo eng kleng Geschicht, erzielt vun enger Perséinlechkeet am Bahâ’i Glawen, dem Här Enoch Olinga, deen de
Glawen an Afrika kennegeléiert huet. A sengem Liewen hat hie vill Schwieregkeeten a Leed kannt, hien huet vill
matgemaach, an hien, seng Fra an dräi Kanner sinn an de 70er Joren an der Haaptstad vun Uganda, mattsen an den
deemolegen Onrouen, an hirem Haus, ëmbruecht ginn. D’Ursaache vun dëser Tragedie si bis haut nach net gekläert.
Den Här Olinga war e Mënsch voller Begeeschtertung, mat enger immenser Ausstralung an engem häerzhafte
Laachen, deem ee sech schwéier entzéie konnt. Mat dësem Hannergrond mécht déi Geschicht déi der elo héiert
vläicht méi Sënn. An der Geschicht kann ee soen, dass d’Gittar de Mënsch duerstellt an de Museker eise Schëpfer,
den Härgott.
Oft sot den Här Olinga, dass mir alleguer wéi eng Gittar sinn. Wann eng Gittar vun engem grousse gëttleche
Museker héiert, hofft si, dass de Museker op hir spillt. Et ass dat de gréisste Wonsch vun der Gittar. Si gëtt sech voll
a ganz dësem Museker. De Museker akzeptéiert fir op der Gittar ze spillen, hien hëlt se no bei sech a fänkt un drop
ze spillen. Zimmlech séier mierkt hien, dass schonn eng Zäit laang neméi op der Gittar gespillt gouf, an esou fänkt
hien un d’Gittar ze stëmmen, an d’Säiten unzezéien. D’Gittar ass dësen Drock net gewinnt an dësen Drock deet der
Gittar wéi. Si hält et neméi aus, an déi éischt Säit brécht. Vu dass d’Gittar sech sou wënscht, dass op hier dës
gëttlech Melodie gespillt gëtt, spillt de Museker mat de Säiten, déi iwwereg bleiwen. Mee et héiert sech nees falsch
un. Also stëmmt de Museker d’Säiten nees. Mee de Widderstand an den Drock ass ze grouss an d’Säit brécht. A sou
geet et weider bis nach eng eenzeg Säit do ass fir drop ze spillen. An de Museker bleift der Gittar trei, déi sech esou
wënscht dass de Museker drop spillt. Natierlech geschitt nees dat selwecht an och dës lescht Säit widdersteet dem
Drock net an zerräisst schliesslech. Elo huet de Museker keng aner Wiel wéi d’Gittar op d’Säit ze leeën.
Wéi kann een dëse Verglach vun der Gittar, déi de Mënsch duerstellt an de Museker, dee Gott duerstellt, verstoen?
Eng Méiglechkeet ass fir ze soen dass Gott eis test fir dass mir eis verbesseren, hie gëtt eis Epreuven fir eis ze
perfektionéieren, net fir eis ze zerstéieren. D’Zerstéierung kënnt nëmmen duerch eise Widderstand fir eis stëmmen
ze loossen. Den Zweck ass net d’Bestrofung, mee d’Intentioun der Gittar hire Wonsch ze erfëllen fir drop gespillt ze
ginn. An esou fënnt een aussergewéinlech Leit, déi vill an hirem Liewe matgemaach hunn, déi awer hir eege Musek
fir eis hannerloossen.
Bahâ'u'llâh seet dass d’Zeeche vun der Léift Standhaftegkeet a Sengem Rot ass a Gedold a Senge Prüfungen.
Vläicht ass d’Spréchwuert: „ Ouni Fläiss kee Präiss “ guer net sou falsch a jidderee weess wéivill ee muss prouwe
fir säin Instrument ze beherrschen, oder wéivill ee muss trainéieren, fir gutt kënnen eng sportlech Aktivitéit ze
maachen. Wann een an der Musek säin Instrument beherrscht, kann ee jo dann och vun enger Fräiheet a Kreativitéit
schwätzen. Also kann ee sech och ffoen: Wéi soll ech mäi Liewe am beschte liewen, sou dass dat wat ech denken,
dat wat ech fillen an dat wat ech maachen, an Harmonie mateneen ass? An do kënnen eis vläicht eis gëttlech Erzéier
hëllefen, d’Propheten an d’Manifestatiounen. A fir eis Zäit ass dat Bahâ'u'llâh, Begrënner vum Bahâ’i Glawen.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 165 -
230 Wat vill Bahâ’i de Summer iwwer maachen 1
230t Sendung, 3 lte September an lten Oktober 2004. De Summer ass eriwwer. Vill vun eis haten d’Geleeënheet e
bësse Vakanz ze maachen a vläicht nei Leit kennenzeléieren. D’Bahâ’i Summerschoulen, déi fir jiddereen op sinn,
haten dëse Summer ganz oft als Thema d’Kreativitéit. Hei eng kleng Rees an e puer vun de Länner déi dat
organiséiert haten.
A Rumänien, zu Tohanu Nou, hunn d’Frënn d’Summerresidenz vun der Kinnegin Maria vu Rumänie besicht. Si
war den éischte Monarch deen de Bahâ’i Glawen ugeholl huet. Den Ausfluch bei hiert Schlass an der schéiner
Regioun vu Bran war en Deel vum Programm, esou charakteristesch fir Summerschoulen an Europa dëst Joer.
Weltwäit kombinéieren d’Bahâ’i Summerschoulen dräi grouss Aspekter; de meditativen Deel mat Gebieder, den
Deel vu Konferenzen an Atelieren an d’Fräizäit wärend de Schoulen.
Sou war zum Beispill de Besuch an d’Schlass eng Geleeënheet Inspiratioun ze fanne bei Personagen aus der
Geschicht, wéi d’Kinnegin Maria an d’Martha Root, eng Bahâ’i déi hir de Glawe méi no bruecht huet.
Déi gemeinsam Theme vun de Schoulen an de Länner wéi Rumänien, Norwegen, Irland, Slovakien a Kroatien
waren déi kreativ Aart a Weise wéi ee Gebietsréuniounen, Studiekreesser a Kannerklassen ugoe kann. Dës
Grondaktivitéiten fënnt een elo bei de Bahâ’i uechtert d’Welt.
A Rumänie gouf vill Gewiicht op d’Ateliere geluecht, a wéi d’Bahâ’i an hir Frënn d’Manéier, wéi si der
Communautéit hir Grondaktivitéite verbessere kéinten. An den Atelieren hunn d’Participante Gebietsbicher
dekoréiert, Invitatioune fir Gebietsowenter a Studiekreesser gemaach. Si hu geléiert, wéi een am beschte
Geschichten erzielt a wéi ee kann einfach Lidder komponéieren.
Gi mer elo an Norwege kucken. Do hu sech zu Beitostolen iwwer 300 Bahâ’i zesummefonnt, an dat an enger
spektakulärer Biergregioun. E Conférencier, den Dr Hossain Danesh aus Canada hat als Thema, wéi mir eis als
Erwuessener kënne weiderentwéckelen, an dat am Kontext vun der Famill, der Aarbecht an dem Déngscht am
Bahâ’i Glawen.
Eng aner Interventioun huet sech mat engem sozioekonomeschen Entwécklungsprojet ausemanergesat an eng aner
huet sech drop konzentréiert wéi wichteg d’Landwirtschaft an der Gesellschaft ass.
Mëttes konnt een tëschent e puer Aktivitéite wielen a wärend der Schoul gouf et speziell Programmer fir Kanner a
Jugendlecher.
Gi mer elo eriwwer an Irland, op Waterford, wou iwwer 500 Bahâ’i mat hire Frënn eng flott Summerschoul genoss
hunn. Sou hunn do d’Kanner an déi Jugendlech nomëttes eng grouss holze Schaukel an en Aussiichtstuerm gebaut.
Et gouf natierlech och Fussball, Schwammen a Gesiichtsmolerei.
Awakening the Spirit war d’Thema vun der Schoul. Fir den zéngte Gebuertsdag vum intemationale Joer vun der
Famill vun de Vereente Natiounen ze feieren, hat d’Schoul d’Leit vu Waterford op eng Porte Ouverte invitéiert.
Dorops hi gouf et eng Konferenz an der Gemeng an eng Visite vum Buergermeeschter, dem Seamus Ryan.
An elo an d’Slovakei. Den Haaptconférencier an der nationaler Summerschoul war den Dr Firaydoun Javaher, e
Member vum héchste Bahâ’i Gremium. Hien huet iwwer d’Roll vum Glawen am 21ste Jorhonnert geschwat. Den
Acteur an Humorist Omid Djalili a seng Fra d’Annabel hunn en Theater Atelier animéiert. Hien ass bekannt fir seng
Rollen a Filmer wéi The Mummy, Spv Games an de Gladiator. Den Här Jalili huet zwee Joer an der Slovakei gelieft,
vun 1991 bis 93.
Aner Interventiounen gouf et iwwer d’Bestietniss, d’Famililiewen a wéi ee besser kann eens gi mat senger Zäit a
sengem Geld.
An zum Schluss gi mer a Kroatien a Slovenien. Do war d’Summerschoul zu Seline. Et war wierklech eng
intemational Schoul mat Frënn vu Bosnien an Herzegovina, Serbien a Montenegro, Australien, Eisträich, Kanada,
Frankräich, Däitschland, Ungam, Italien, Polen, England an Amerika. Ënnert den Theme gouf et: Living bv the will
of God, Bahâ Y family identity, Spirituality at work, Marriage andfinding a partner, an d’Gebiet.
Ech loossen iech mat dësem Text aus de Bahâ’i Schrëften iwwer de Mënsch: « L'homme est au rang suprëme de la
matérialité et au commencement de la spiritualité : c’est-â-dire qu'il est la fin de l'imperfection et le commencement
de la perfection. II est au dernier degré des ténèbres et au commencement de la lumière; aussi a-t-on dit que la
condition de l’homme était lafin de la nuit et le commencement du jour; c'est-â-dire qu’il réunit tous les degrés des
1 http://news. bahai. org/story. cfm ?storyid=32 7 B WC-MD-040929-1-SUMMER-32 7-N
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 166 -
imperfections et possède les degrés de perfection. II a le coté animal aussi bien que le cöté angélique; la raison
d'ëtre de l'éducateur est d'instruire les hommes de telle facon que le cöté angélique l'emporte sur le cöté animal.» 1
231 17ten Oktober, Internationalen Dag fir d’Ofschafung vun der Aarmut
231t Sendung, 8ten an 9ten Oktober 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, de 17ten Oktober ass den intemationalen
Dag fir d’Ofschafung vun der Aarmut an der Welt. En Ustouss also fir sech Gendanken iwwer d’Aarmut ze
maachen. Aarm ass een dann, wann een net genuch ze iessen huet, wann et um Néidegste feelt. Aarm ass een och
wann een an engem Ëmfeld lieft, deen onsécher ass, schlecht Liewensbedingungen, keng Aarbecht, keng
medezinesch Fleg a keng Erzéiung an Ausbildung. Aarm ass een och wann een all déi materiall Saachen am Liewen
huet, wann een ëmmer enger neier Saach noleeft, also materiell räich, awer séilesch aarm.
Zënter Joren elo maachen sech d’Vereenten Natiounen an d’Länner vun der Welt Gedanken wéi een d’Aarmut ka
reduzéieren. Et ass schéin ze gesinn, dass op deem Punkt jidderee sech eens ass. Mee d’Beméiungen déi am
Moment an der Welt gemaach ginn, brauchen geeschteg Prinzipie fir d’Aarmut kënnen ofzeschafen. An dat an
enger Welt wou bal alles sech ëm d’Geld dréint. An da musse Regierunge mat wéineg Erfahrung a mat vill
Korruptioun emol léieren, d’Hëllef déi si vu bausse kréien, gerecht an hirem Land ze verdeelen, ouni sech fir
d’éischt ze beräicheren.
Am Bahâ’i Glawen fënnt ee konkret Léisungsvirschléi lir d’Extremer vu Räichtum an Aarmut méi kleng ze
maachen. Erstaunlech dës kloer Rotschléi: ,, Ëmmer erëm gifir d’Wuel vu senge Matmënschen, ouni Angscht virun
der Aarmut a mat vollem Vertrauen an déi onfeelbar Generositéit vun der Quell vun allem Räichtum a vun allem
Guddem - dat ass d’Geheimnis vun emgem éierleche Liewen. “
Fir all déi Räich vun eis dëse Rot: « O vous les riches de la terre! Lespauvres sont mon dépöt que j'aiplacéparmi
vous. Veillez sur ce dëpöt et ne sovezpas uniquement absorbés par votre bien-ëtrepersonnel. » ...
Den Taoismus huet eng ganz flott Defintioun vum Räichtum: « Deen, dee weess dass hie genuch huet, ass räich »
D’Bahâ’i Schrëfte soe weider: „Maacht iech keng Suergen an der Aarmut a sidd net voll Vertrauen am Räichtum,
well no der Aarmut kënnt de Räichtum an nom Räichtum kënnt d’Aarmut.“
En anere Rot wéi de Mënsch liewe sollt ass deen hei: « L'homme devrait connaitre son propre moi et reconnaitre ce
qui mène â la grandeur ou â la bassesse, â la gloire ou â l'humiliation, â la richesse ou â lapauvreté. Dès qu'il a
atteint son niveau de réalisation et de maturité l'homme a besoin de ressources et les richesses qu'il acquiertpar
son art ou par sa profession sont louables et méritoires auxveux des hommes de sagesseparticulièrementpour les
serviteurs qui se consacrent â l'éducation du monde et â l'instruction de ses peuples. »
An den Dalai’ Lama hat dat hei ze soen zu Rio am Juni 1992: „Ech menge fir d ’Erausfuerderunge vun eiser Zäit
unzegoen, sollte mir méi e grousse Sënnfir eng universell Verantwortung entwéckelen. Jidderee vun eis muss
léieren, net nëmme fir sech selwer, seng Famill oder säi Land ze schaffen, mee fir d’ganz Mënschheet. “
Natierlech ass et grousse Schrëtt vir eis an eis Regierungen ze soen dass de Räichtum vun der Welt, den Uelech,
d’Wasser, eis alleguer gehéiert an net nëmmen deem Land an deem et sech befënnt.
Ass et net gerecht, dass mer d’Extremer vu Räichtum an Aarmut sollen ofschafen. De Bahâ’i Glawe condamnéiert
eng Beräicherung déi op enger Aarbecht baséiert, déi net produktiv ass an der Gemeinschaft keen Notze bréngt a
Bahâ'u'llâh bestätegt, dass wann een d’Industrie encouragéiere sollt, sou ass et d’Entwécklung vun der
Landwirtschaft déi d’Basis vun eiser Gesellschaft ass.
An zum Schluss dëse Passage vum héchste Bahâ’i Gremium: "Le gouffre qui sépare les riches des pauvres, source
de grandes souffrances, maintient le monde dans un état d'instabilité, pratiquement au seuil de la guerre. Peu de
sociétés ont su apporter une solution efficace â cette situation. La solution requiert l'alliance d'éléments spirituels,
moraux et pratiques. Ilfaut envisager le problème dans une perspective nouvelle, consulter des experts couvrant
une vaste gamme de disciplines, â l'abri despolémiques économiques et idéologiques, et s'assurer le concours de
gens qui sont directement concernés par les décisions devant ëtre prises d'urgence. Cette question est liée non
seulement â la nécessité d'éliminer les extrëmes de richesse et de pauvreté, mais aussi aux vérités spirituelles dont
la compréhension pourra donner naissance â une attitude universelle nouvelle. L'encouragement et le
développement d'une telle attitude représentent en eux-mëmes un élément-clé de la solution." 2
1 Abdu'l-Bahâ, Les lecons de SaintJean d'Acre, p. 268
2 Maison universelle de justice, La promesse de la paix mondiale, 1986, 16-17
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 167-
232 Sech virbereeden
232t Sendung, 15ten a 16ten Oktober 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, wann dir Email hutt, ass et iech sécher
net erspuert, vun Zäit zu Zäit Geschichten ze kréien a Rezepter fir besser ze liewen. Dacks steet och zum Schluss vu
sou Emailer dass een se soll u seng Frënn weiderschécken. Abee, haut héiert dir sou eng Geschicht, an zwar sinn et
aacht Saachen déi den Herrgott iech net froe wäert, wann et esou wäit ass, wann dir Him begéint. Dir kënnt mir jo
duerno soen op et iech gefall huet.
Éischtens: Gott freet iech net mat wéi engem Auto dir gefuer sidd; Hie freet iech wéivill Leit dir matgeholl hutt, déi
keen Transportmëttel haten.
Zweetens: Gottfreet iech net wéivill Qudratmeter äert Haus hat; Hie freet iech wéivill Leit bei iech doheem
wëllkomm waren.
Drëttens: Gott freet iech net iwwer d’Kleeder, déi dir an äre Schief hänken hat; Hie freet iech wéivill Leit dir
gehollefhutt, sech ze kleeden.
Véiertens: Gott freet iech net wéivill är héchste Pei war; Hie freet iech ob dir onéierlech waart, op dir
Kompromësser gemaach hutt fir se kréien.
Fënneftens: Gott freet iech net wat är Aarbecht war; Hie freet iech ob dir är Aarbecht sou gutt gemaach hutt, wéi et
iech méiglech war.
Sechstens: Gott freet iech net wéivill Frënn dir hat; Hie freet iech wéi ville Leit dir e Frënn waart.
Gott freet iech net a wéi engem Quartier dir gewunnt hutt; Hie freet iech wéi dir mat ären Nopere waart.
Gott freet iech net d’Faarf vun ärer Haut; Hiefreet iech iwwert äre Charakter.
Wann et iech gutt geet, wann dir frou sidd, da lueft deen, deen iech erschaf huet. A schwéieren Zäiten, wann et iech
net gutt geet, da sicht deen, deen iech erschaf huet. A rouege Momenter, ënnerhaalt iech mat deem, deen iech
erschaf huet. A schwéieren Zäiten, vertraut deem, deen iech erschaf huet. Zu jidder Zäit, zu all Moment, sot deem
merci, deen iech erschaf huet. 1
Bahâ’i gleewen dass et en Dag vum jénkste Geriicht gëtt: An de Schrëfte liese mir: ,fee all Dag Recheschaft virun
dir selwer of, éiers du zur Recheschaft gezu gëss. Wëll den Doud mellt sech net un an da muss du dech veräntwere
fir dat wat s de gemaach huesf
Et kann ee sech also owes, wann een am Bett läit, froen: wéi war mäin Dag, wat ass gutt gaang a wat net sou gutt.
Sinn ech mat mir zeffidden? Schliesslech si mer verantwortlech fir dat wat mer maachen.
Wann een dru gleeft, dass d’Liewen net mam Doud ophält, freet een sech natierlech, wéi et weidergeet a wat een
alles an engem nächste Liewe brauch. Eeens si sech déi méischt, dass mir keng materiell Saache brauchen. An dass
et keng Zäit a kee Raum gëtt.
Virbereedung ass ëmmer gutt: Fir eng Prüfimg bereet een sech vir. Beim Sport, bei der Musek ass d’Virbereedung
an d’Prouwen e wichtegen Deel vum Erfolleg.
Wann d’Kand am Bauch vun der Mamm wiisst, sinn déi néng Méint eng laang Virbereedung op d’Liewen hei op
der Äerd. Well fir den Embryo gëtt et soss keng Welt wéi déi am Bauch vun der Mamm. Obschonn d’Kand jo net
weess dass et eng aner Welt gëtt, entwéckelt hat all seng Organer déi et brauch, Hänn, Féiss, Been, Oueren,
Fangeren, a sou weider. Sécher huet d’Kand selwer kee Choix, an d’Mamm kann d’Entwécklung sécher positiv
beaflossen. Mir wëssen haut das d’Kanner am Bauch vun der Mamm, Musek héieren a souguer Stëmmen erkennen.
Ech ka mech ganz einfach froen: Wéi bereeden ech mech op en neien Dag fir? Wéi bereeden ech mech op d’Vakanz
fir? Wéi bereeden ech mech op d’Bestietnes fir, op d’Zesummeliewe mat engem anere Mënsch? A wéi bereeden ech
mech op e Liewen nom Doud fir? Wann ech gleewen, dass d’Liewen an iergendenger Form nom Doud weidergeet.
Iech alleguer e schéinen, erhuelsame Weekend, äre Jean-Marie.
233 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 1/13
233t Sendung, 22ten a 23ten Oktober 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, den héchste Bahâ’i Gremium huet sech
virun 19 Joer an engem Dokument vu ronn 30 Säiten un all d’Mënsche geriicht, mam Titel: D ’Versprieche vum
Weltfridden. Wie kann eis iwwerhaapt de Fridden op der Welt verspriechen? Abee, an den nächsten Emissiounen
héiere mer, wat alles an dësem Dokument dran ass. Iwwrégens kënnt dir gären dës Deklaratioun op Lëtzebuergesch
kréien. Rufft mir einfach um Radio ARA un, 222289. D’Versprieche vum Weltfridden. Eng Deklaratioun vum
Universalen Haus vun der Gerechtegkeet. Un d’Vëlker vun der Welt:
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 168 -
Dee Grousse Fridden, no deem d’Mënsche vu guddem Wëllen am Laf vun de Jorhonnerten esou staark verlaangert
hunn, dee Prophéiten an Dichter zënter ville Generatiounen an hire Visioune beschriwwen an deen déi helleg
Schrëfte vun der Mënschheet zënter je hier ugekënnegt hunn, ass fir d’Natiounen elo endlech gräifbar ginn. Fir
d’éischt an der Geschicht huet haut jiddereen d’Méiglechkeet, dee ganze Planéit an déi Onmass vu Vëlker, déi op
ëm liewen, an enger globaler Perspektiv ze gesinn. Weltfridden ass net méi nëmme méiglech, en ass onëmgänglech
ginn. En ass déi nächst Etapp an eisem Planéit senger Entwécklung - „d’Planéitiséierung vun der Mënschheet“, wéi
e groussen Denker et ausdréckt.
Ob de Fridden eréischt no onvirstellbare Leiden erreecht gëtt, déi d’Mënschen doduerch erbäiféieren, datt se stur un
ale Verhalensweise festhalen, oder ob mir en elo, an engem Akt vu gemeinsamem Wëllen, zustanbréngen, dat ass
d’Entscheedung, virun där all déi stinn, déi op der Äerd wunnen. Zu dësem kriteschen Zäitpunkt, wou déi vill bal
onléisbar Problemer, déi d’Natioune belaaschten, an enger gemeinsamer Suerg fir déi ganz Welt zum Ausdrock
kommen, wär et absolutt onveräntwerlech, wa mir et net géife fäerdegbréngen, fir deene sëllege Konflikter an
Onroue mat den néidege Moossnamen ze begéinen.
Gënschteg Zeeche sinn déi ëmmer méi grouss Ustrengunge fir d’Verwierklechung vun enger Weltuerdnung: fir
d’éischt d’Schafe vum Vëlkerbond am Ufank vum Jorhonnert, duemo, op méi enger breeder Grondlag,
d’Organisatioun vun de Vereenten Natiounen; dann d’Tatsaach, dass zënter dem Zweete Weltkrich d’Majoritéit vun
all Länner onofhängeg gi sinn, wat drop hiweist, dass de Prozess vum Opbau vun den Natiounen op en Enn geet; an
och dëse jonken Natiounen hir Bedeelegung, zesumme mat méi alen, un Affäre vu gemeinsamen Intressi; déi
doduerch bedéngte vill méi enk Zesummenaarbecht tëschent Vëlker a Gruppen, déi bis elo isoléiert oder zerstridde
waren, am Kader vun intemationale Projekter op wëssenschaftlechem, erzéiereschem, legislativem,
wirtschaftlechem a kulturellem Plang; d’Grënnung vu sëllegen internationalen humanitären Organisatiounen am Laf
vun de leschte Jorzéngten; d’Verbreedung vu Fraen- a JugendBeweegungen, déi derzou opfuerderen, de Krich
ofzeschafen; an dat spontaant, ëmmer méi grousst Netzwierk vun einfache Leit, déi no Verstännegung duerch
perséinlech Kontakter sichen.
De wëssenschaftlechen an technologesche Fortschrëtt, deen an dësem ongewéinlech verwinnte Jorhonnert gemaach
gëtt, bedeit e grousse Schrack vijenzeg fir dem Planéit seng sozial Entwécklung, an e weist eis, mat wéi enge
Mëttelen der Mënschheet hir praktesch Problemer kënne geléist ginn. Hie gëtt eis wierklech déi Mëttelen an
d’Hand, mat deene sech dat komplizéiert Liewen an enger geeentener Welt reegele léist. Mee et bestinn nach
Hënnernesser. Zweiwel, Mëssverständnesser, Vimrteeler, Mësstrauen a bornéierten Egoismus belaaschten
d’Bezéiungen tëschent Länner a Vëlker.
Aus engem déiwe Gefill vu geeschteger a moralescher Verflichtung eraus spire mir zu dësem gënschtegen
Zäitpunkt den Drang, Iech op déi déifgräifend Iddien opmierksam ze maachen, déi der Mënschheet hir Regéirer fir
d’éischt vimn iwwer honnert Joer gewuer goufen duerch Bahâ'u'llâh, Begrënner vum Bahâ’i Glawen, deem seng
Verwalter mir sinn.
Méi dozou an eiser nächster Emissioun.
234 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 2/13
234t Sendung, 29ten an 30ten Oktober. Léif Radio Ara Nolauschterer, wëllkomm bei eisem 2ten Deel iwwer
d’Dokument d’Versprieche vum Weltfridden:
„De Wand vun der Verzweiflung“, sot Bahâ'u'llâh a senge Schrëften, „bléist leider aus alle Richtungen, an de
Sträit, deen d’Mënschen auserneen dreift a bedréckt, hëlt all Dagzou. D’Unzeeche vun Ëmwälzungen a
chaoteschen Zoustänn, déi kuerz bevirstinn, erkennt ee schon elo un där etabléierter Uerdnung hirer lamentabler
Feelerhaftegkeet. “ Dës prophéitesch Aschätzung ass duerch der Mënschheet hir gemeinsam Erfarung genuch
konfirméiert ginn. D’Feeler vun der etabléierter Uerdnung weise sech däitlech doran, dass déi al Vereenten
Natiounen organiséiert souverän Staaten net amstand sinn, d’Gespenst vun engem Krich ze verdreiwen, oder och
d’Gefor, dass déi intemational Wirtschaftsuerdnung zesummebrécht, d’Ausbreede vun Anarchie an Terrorismus an
déi onvirstellbar Péng, déi dës an nach aner Ploen fir ëm méi Millioune Mënsche bedeiten. Agressiounen a
Konflikter si mëttlerweil däermoossen e Bestanddeel vun eise sozialen, wirtschaftlechen a reliéise Systemer ginn,
dass vill Leit mengen, dëst Behuele léich an der Natur vum Mënsch a kéint dofir net geännert ginn.
D’Verwuerzelung vun dëser Meenung huet an de mënschlechen Ugeleeënheten e Widdersproch geschaf, dee se
paraliséiert. Engersäits versécheren d’Mënschen aus allen Natiounen, datt si net nëmme prett sinn, mee duemo
verlaangeren, fir a Fridden an Harmonie ze liewen a fir déi qualvoll Ängscht ze iwwerwannen, déi hiirt deeglecht
Liewe bedrécken. Op där aner Säit akzeptéiere si awer ouni sech ze mucksen d’Opfaassung, de Mënsch wier
onverbesserlech egoistesch an aggressiv an duerfir net amstand, e soziale System opzebauen, deen an engems
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 169 -
progressiv a friddlech, dynamesch an harmonesch ass, e System, deen der individueller Kreativitéit an Initiativ fräie
Laf léisst, mee op Zesummenaarbecht an op Géigesäitegkeet berout.
An deem Mooss, wéi d’Noutwennegkeet vum Fridden zouhëlt, forcéiert eis dëse grondsätzleche Widdersproch,
d’Hypothesen, op déi sech déi geleefeg Astellung zu der Mënschheet hirem historeschen Dilemma grënnt, nei ze
iwwerpréiwen. Wann een déi Saach objektiv ënnersicht, weist sech, dass esou eng Astellung, wäit dervun, dem
Mënsch säi wierklecht Wiesen erëmzeginn, eng Verzerrung vum mënschleche Geescht bedeit. Esou bal all Vëlker
sech doriwwer kloer sinn, kënne si konstruktiv sozial Kräften a Beweegung setzen, déi der mënschlecher Natur
entspriechen an duerfir Harmonie an Zesummenaarbecht encouragéieren amplaz vu Krich a Sträit.
Dëse Wee ze wielen heescht net, der Mënschheet hir Vergaangenheet ze leegnen, mee se ze verstoen. De Bahâ’i
Glawe betruecht déi momentan weltwäit Confusioun an déi verhängnesvoll Situatioun vun de mënschlechen
Ugeleeënheten als eng natierlech Phase an engem organesche Prozess; dëse Prozess, dee sech net ophale léisst,
wäert um Enn zur Eenegung vun der mënschlecher Rass an engem eenzege grousse soziale System féieren, deem
seng Grenzen déi vum ganze Planéit sinn. Als eegen, organesch Unitéit huet d’mënschlech Rass eng Rei vun
Evolutiounsstadien duerchlaf, déi dem Puppelchesalter an der Kannerzäit am Liewe vum Eenzelne gläichen, a si ass
elo um Héichpunkt vun hirer turbulenter Jugend ukomm an um Wee endlech maans ze ginn.
Wa mer eis éierlech agestinn, dass Viruerteler, Krich an Exploitatioun den Ausdrock vun onräife Phasen an engem
groussen historesche Prozess waren, an dass d’Mënschheet haut déi onvermeidlech Tumulter erlieft, déi mam
Erreeche vun hirer kollektiver Maturitéit verbonne sinn, dann ass dat kee Grond fir de Kapp hänken ze loossen, mee
eng Viraussetzung fir déi formidabel Aufgab, eng friddlech Welt opzebauen. Dass dës Aufgab ka verwierklecht
ginn, dass déi noutwenneg konstruktiv Kräften do sinn an dass sozial Strukture kënne geschaf ginn, déi d’Mënschen
zouenee féieren, biede mer iech onbedéngt ze iwwerleeën. Egal wéivill Leed an Onrou eis an deenen nächste puer
Joren erwaarden, egal wéi däischter d’Situatioun op kuerz Zäit gesinn och ass, d’Bahâ’icommunautéit ass
iwwerzeegt, dass d’Mënschheet dësem gréissten Test ka mat rouegem Gewëssen entgéint goen. Déi Emwälzungen,
op déi d’Mënschheet ëmmer méi séier zoudreift, signaliséieren nach laang net d’Enn vun der Zivilisatioun; si
hëllefe villméi, déi „Potentialer, déi an der mënschlecher Natur leien fräizesetzen a „seng ierdesch Bestëmmung,
déi ugebueren Auszeechnung vu senger Wierklechkeet a vollem Mooss “ opzedecken. Méi zu dësem spannenden
Thema an eiser nächster Sendung!
235 Allerhellegen an Allerséilen
235t Sendung, 5ten a 6ten November 2004. Uganks dëser Woch hat ech d’Geleeënheet mat der Famill op de
Kierfecht ze goen, oder méi richteg gesot op e puer Kierfechter ze goen, dee vu menger Mamm hirer Säit, vu
mengem Papp senger Säit a bei d’Graf vu mengem Papp. Allerhellegen ass deen Dag wou bei eis an a ganz villen
anere Länner un déi Verstuerwe geduecht gëtt. Ech hu Cousinen a kleng Cousinnen erëmgesinn, déi ech soss dat
ganzt Joer net gesinn. Fir mech war et awer och flott fir ze kucken wat de Bahâ’i Glawen iwwer déi Verstuerwe
seet. Also am Bahâ’i Kalenner gëtt et kee speziellen Dag fir un déi Verstuerwen ze denken a fir si ze bieden. Mee
mir hunn eng Rei Gebieder fir déi Verstuerwen an e speziellt Gebiet wann e Bahâ’i stierft.
D’Bahâ’i gleewen dass mir kënne fir déi Verstuerwe bieden, dass mir eise Schëpfer froe kënnen, dass dee
Verstuerwenen Zuflucht bei Him fënnt. Fir verstuerwe Kanner gëtt et e Gebiet wou mir Gott froen, dass dat wat
Hien eis uvertraut hat, elo nees zréckgeruff gouf bei Hien, an dass et eis net zousteet ze froen firwat eis sou eppes
getraff huet.
An de Bahâ’i Gebieder fir déi Verstuerwe steet och, dass dee Verstuerwenen net soll erniddrégt ginn an net soll
zréckgewise ginn. Mir froen eise Schëpfer am Gebiet: „Kann s du deen erniddregen, deens du opgeriicht hues, oder
dee vergiessen, deem s du d’Fäegkeet ginn hues, Denger ze gedenken? A wann s du Dengen Dénger net hëllefs,
wie kéint hinnen dann hëllefen?
Am Gebiet froe mir eise Schëpfer dass Hien dat akzeptéiert wat dee Verstuerwenen a Sengen Deeg gemaach huet,
dass hie Seng Erwielt, Seng Helleg a seng Prophete begéine kann an enger Plaz déi weder d’Fieder oder d’Zong
beschreiwe kann. Dass dee Verstuerwenen d’Geschenker an d’Friichte vum Bam vu Senger Gnod kréie kann. Dass
dee Verstuerwenen an d’Präsenz vu sengem Schëpfer kënnt.
Dass Gott d’Sënne vun deene verzeit, déi hiert ierdescht Gezei ofgeluecht hunn, an an déi geeschteg Welt
eropgaange sinn. An engem anere Gebiet fir déi Verstuerwe liese mir: „ O mäin Herr! Maach si reng vu Feeler,
verdreif hir Suergen a changéier hir Däischtert a Liicht. Looss si antrieden an de Gaart vun der Gléckséilegkeet,
wäsch si mam réngste Waasser a gëff, dass si Deng Herrlechkeet op dem erhuewenste Bierg kucken. “
1 Bahâ Y Gebete
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 170 -
Mir hunn eng grouss Chance, dass Bahâ'u'llâh an ’Abdu'l-Bahâ, de Begrënner vum Bahâ’i Glawen a säi Jong, eis
esou Gebieder offenbaart hunn. Si soen eis munches iwwer d’Liewen nom Doud a wéi eng Relatioun mir eigentlech
mat eise Verstuerwene kënnen hunn.
An engem anere Gebiet liese mir: „ O mäi Gott, däin Dénger huet un Dech an Deng Verse gegleeft. Hien huetfir
Däi Wuert bezeit a war entflamt vum Feier vun Denger Léift. Déif war hien an d’Mier vun Denger Erkenntnis
agedaucht an ugezu vun Dengem Wand. Op Dech huet hie sech verlooss, Dir huet hie säi Gesiicht zougedréint an
Dir huet hie seng Gebieder duerbruecht, Denger Verzeiung gewëss. Elo huet hien dëst vergänglecht Liewe verlooss
fir an d’Räich vun der Onstierflechkeet, voller Sehnsucht no Denger Gnod a fir Dir ze begéinen. O Herr, ... gëffhim
en Ennerdaach am Zelt vun Dengem Erbaarmen, gewär him Zougank an däin herrlecht Paradis a looss hie fir
ëmmer liewen an dengem Rousegaart, agedaucht an d’Welt vun de Mvsterien wéi an engem Mier vu Liicht. “
Nach e praktescht Wuert zum Begriefnes am Bahâ’i Glawen. E Bahâ’i soll do begruewe ginn, wou e stierft, also net
méi wäit ewech wéi eng Stonn vun do wou e gestuerwen ass. E Bahâ’i soll net verbrannt ginn, ganz einfach fir der
Natur hire Laf ze loossen an der Séil Zäit ze ginn, sech vum Kierper ze trennen. Wa Gott et gewollt hätt, géif de
Kierper nom Doud einfach vum selwe verbrennen oder verschwannen.
Wa bei de Chrëschten Allerhellegen deen Dag ass fir un all déi Helleg ze denken, gëtt et am Bahâ’i Glawen keng
Hellegspriechung.
Uechter d’Welt sinn d’Bahâ’i am Moment mat dräi Haaptaktivitéiten amgaang, Aktivitéiten déi sech u jidderee
riichten, a wou jiddereen agelueden ass, sech drun ze bedeelegen.
An zwar d’Kannererzéiung. D’Kanner sinn an eiser Gesellschaft dee wäertvollsten Tresor well si sinn
d’Verspriechen an d’Garantie vun der Zukunft. Am Bahâ’i Zenter an der Stad treffe sech iwwer 60 Kanner a
Jugendlech eemol d’Woch fir un der Entwécklung vun den Dugenden ze schaffen, an dat mat Hëllef vu Musek a
Konscht. Fir méi Informatioun, telefonéiert dem Erzéiungscomité um 442220.
Zu deem Thema ass den 1 Iten November um halwer aacht an der Fondation Pescatore eng ëffentlech Konferenz
mam Bemard Benghozi mam Titel: Un nouveau modèle d’exemplarité dans les röles de parent, d’enseignant et
d’éducateur, organiséiert vum MEN et de la Formation Professionnelle an dem Centre de pschologie et
d’orientation scolaire.
Eng aner Aktivitéit ass déi vu Gebiets a Meditatiounsréuniounen, an dat an der Stad all éischte Sonndegmoien am
Mount, am Bahâ’i Zenter. Et ass eng Zäit fir iwwer d’Liewen nozedenken, fir d’Kraaft vum Gebiet ze erliewen.
Jiddereen ass wëllkomm.
Déi drëtt grouss Aktivitéit am Bahâ’i Glawen am Moment ass d’Nodenken iwwer d’Liewe vum Geescht, an dat a
Form vu Studiekreesser, klenge Gmppe vun enger Dose Leit, wou jidderee d’Geleeënheet kritt, d’Bahâ’i Schrëfte
kennenzeléieren, am Austausch mat aneren. D’Theme sinn déi vum Sënn vum Liewen, d’Natur vun eiser Séil,
d’Roll vum Gebiet fir eis Entwécklung, den Zoustand vun eiser Séil nom Liewen hei op der Äerd an eis Astellung
zu verschiddene Liewenssituatiounen. Dës Studiekreesser ginn et uechter d’ganzt Land. Wann dir wëllt
matmaachen, telefonéiert am beschten dem Bahâ’i Zenter um 44 22 20. Déi finanziell Bedeelegung un de Coursë si
gratis, dir musst just d’Bicher bezuelen.
236 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 3/13
236t Sendung, 12ten an 13ten November. Léif Radio Ara Nolauschterer, an eisem drëtten Deel iwwer dat
Dokument vum héchste Bahâ’i Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht, hei nach eng Kéier
d’Haaptgedanken, déi mir bis elo fonnt hunn:
Weltfridden ass net méi nëmme méiglech, en ass onëmgänglech ginn. En ass déi nächst Etapp an eisem Planéit
senger Entwécklung. Dëse Fridden kann entweder entstoen, an deem mir, an domat mengen ech och eis
Institutiounen, eis Verhalensweise änneren oder dass mir ganz vill leide mussen. Vläicht ass et och einfach eng
Mëschung vun dësen zwou Saachen.
D’Vereenten Natioune sinn e Beispill vu enger Institutioun, déi am Fong an déi richteg Richtung geet, un där awer
nach vill ka verbessert ginn. D’international Bahâ’i Communautéit huet do konkret Virschléi gemaach.
De wëssenschaftlechen an technologesche Fortschrëtt weist eis haut, mat wéi enge Mëttelen der Mënschheet hir
praktesch Problemer kënne geléist ginn.
De Bahâ’i Glawe gesäit et als eng geeschteg a moralesch Verflichtung, jiddereen drop opmierksam ze maachen,
dass d’Léieren an d’Visioune vun hirem Begrënner, Bahâ’u'llâh, noutwendig sinn fir en dauerhafte Fridden an der
Welt ze schaffen.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 171 -
De Bahâ’l Glawe betruecht déi momentan weltwäit Confusioun an déi verhängnesvoll Situatioun vun de
mënschlechen Ugeleeënheten als eng natierlech Phase an engem organesche Prozess; dëse Prozess, dee sech net
ophale léisst, wäert um Enn zur Enegung vun der mënschlecher Rass an engem eenzege grousse soziale System
féieren, deem seng Grenzen déi vum ganze Planéit sinn.
I. D’Fäegketen, déi d’mënschlech Rass vun all anere Liewensformen, ënnerscheeden, loosse sech an deem
zesummefaassen, wat een de mënschleche Geescht nennt; de Verstand ass seng wichtegst Egeschaft. Dës
Fäegkeeten hunn et der Mënschheet erméiglecht, Zivilisatiounen opzebauen a materiell gutt virunzekommen.
Allerdéngs hunn esou Leeschtungen eleng et ni fäerdeg bruecht, de mënschleche Geescht zefridden ze stellen, deen
a senger mysteriéiser Aart op Transzendenz ausgeriicht ass, op d’Striewen no enger onsichtbarer Welt, no der
leschter Wourécht, deem onerkennbare Wiese vun allem Wiesen, dat mir Gott nennen. D’Reliounen, déi der
Mënschheet duerch eng Successioun vu geeschteg Kapazitéite bruecht goufen, waren d’Haaptverbindung tëscht der
Mënschheet an dëser leschter Wourécht; si hunn dem Mënsch seng Fäegkeet, fir an engems geeschtegen Erfolleg a
soziale Fortschrëtt ze erreechen, stimuléiert a raffinéiert. Keen eescht gemengte Versuch, déi mënschlech Uleiessen
ze reegelen an de Weltffidden ze verwierklechen, kann d’Relioun ignoréieren. D’Aart a Weis wéi de Mënsch si
verstan a praktizéiert huet, maachen e groussen Deel vun der Geschicht aus. E bedeitenden Historiker huet
d’Relioun als „Fäegkeet vun der mënschlecher Natur“ beschriwwen. Et léisst sech kaum ofstreiden, dass
d’Perversioun vun dëser Fäegkeet vill zu der Confusioun an der Gesellschaft an zu de Konflikter an an tëscht
Eenzelner bäigedroen huet. Mee grad esou wéineg kann en objektiven Observateur den iwwergroussen Afloss
erofspillen, deen d’Relioun op der Zivilisatioun hir wichtegst Expressiounsformen hat. Ausserdeem weist hir
onmëttelbar Wierkung op Gesetz a Moral ëmmer nees, dass si fir d’sozial Uerdnung onentbierlech ass.
Iwwer d’Relioun als eng sozial Kraaft huet Bahâ'u'llâh gesot: „D'Relioun ass dat wichtegst Mëttelfir Uerdnung an
d’Welt ze hréngen a fir hir Bewunnder zefridden afriddlech ze stëmmen. “ Iwwer den Ënnergank oder
d’Korruptioun vun der Relioun huet hie geschriwwen:,, Wann d 'Luucht vun der Relioun méi schwaach gëtt, kënnt et
zu Chaos a Confusioun, an d'Liicht vun der Oprichtegkeet, der Gerechtegkeet, der Rou an dem Fridden erläscht“
An enger Opzielung vun esou Konsequenze weisen d’Bahâ’i Schrëften drop hinn, dass „ d’Perversioun vun der
mënschlecher Natur, d’Verdierfnes vum mënschlecheBehuelen, d’Korruptioun an d’Opléisungvu mënschlechen
Institutiounen sech ënnert deenen Ëmstänn vun hirer schlëmmster an ofstoussendster Säit weisen. De mënschleche
Charakter verléiert sengDignitéit, d’Vertrauen zerfällt, d’Disziplin gëtt labber, d’Stëmm vum mënschleche
Gewësse gëtt erstéckt, de Sënn dofir, wat anstänneg a wat schummenswäert ass, léisst no, aü Konzeptioune vu
Flicht, Solidaritéit, Géigesäitegkeet an Trei gi verdréit, an esouguer d’Gefiller vu Friddlechkeet, vu Freed a vun
Hoffnung ginn no an no ausgeläscht. “
237 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 4/13
238t Sendung, 19ten an 20ten November. Léif Radio Ara Nolauschterer, hei elo eise fënneften Deel iwwer dat
Dokument vum héchste Bahâ’i Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht.
Wann also d’Mënschheet op deem kritesche Punkt ukomm ass, wou d’Konflikter se paralyséieren, da muss si
d’Quell vun de Mëssverständnesser a vun der Confusioun, déi am Numm vun der Relioun entstane sinn, bei sech
selwer sichen, bei hirer eegener Noléissegkeet a bei deene Stëmmen, deene si nogelauschtert a vun deene si sech
verféiere geloos huet. Wie blann an egoistesch u senger spezieller Orthodoxi festgehalen huet, wie sengen Unhänger
falsch a widderspréchlech Interpretatiounen zu deem operluegt huet, wat d’Prophéite vu Gott gesot hunn, deen dréit
eng schwéier Verantwortung fir dës Confusioun - eng Confusioun, déi nach vergréissert gëtt duerch déi kënschtlech
Barrieren tëscht Glawen a Verstand, tëscht Wëssenschaft a Relioun. Well wa mer déi tatsächlech Aussoe vun de
grousse Reliounsstëfter an de soziale Milieu, an deem si hir Missioun hu missen ausféieren, objektiv ënnersichen,
da fanne mir näischt, wat déi Behaaptungen a Viruurteler ënnerstëtzt, déi der Mënschheet hir
Reliounsgemeinschaften (an domat all mënschlech Ugeleeënheten) entfriemen.
D’Gebot, dass mir anerer solle behandelen, wéi mir selwer gär behandelt ginn, eng Ethik, déi ënnert där enger oder
anerer Form an alle grousse Reliounen erëmkënnt, ënnermauert dës lescht Feststellung an zwou Hissiichten: et
resuméiert déi moralesch Haltung, dee friddensstëftenden Aspekt, deen dës Reliounen onofhängeg vun hirer
Ursprongsplaz an -zäit duerchzitt; an et weist op en Aspekt vun Eenheet hinn, deen hir wiesentlech Dugend ass, eng
Dugend, déi de Mënsch wéinst sengem inkoherente Geschichtsverständnes net amstand war ze appréciéieren.
Hätt d’Mënschheet d’Erzéier vun hirer gemeinsamer Kannerzäit als dat ugesinn, wat se waren, als Agente vun deem
enge Prozess, dee se ziviliséiert huet, dann hätt se garantéiert onendlech méi Profit gezunn aus der kumuléierter
Wierkung vun de Missiounen, déi si noeneen ausgefouert hunn. Leider huet se dëst net gemaach.
Dass a ville Länner e fanatesche reliéisen Äifer nees oplieft, kann een nëmmen als eng lescht Zuckung virum Doud
betruechten. Eleng schon am Ausbroch vu Gewalt an Zerstéierung, deen domat verbonnen ass, weist sech de
geeschtege Bankrott hannert dësem Äifer. Eng vun den eegenaartegsten an trauregste Charakteristike bei deem
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 172 -
aktuellen Opkomme vu reliéisem Fanatissem ass effektiv den Ausmooss, an deem hie vu Fall zu Fall net nëmmen
déi geeschteg Wäerter ënnergrieft, déi de Mënschen hir Eenheet begënschtegen, mee och déi eenzegaarteg
moralesch Triumpher vun där Relioun, déi e behaapt ze verdeedegen.
Trotz där liewenswichteger Roll, déi d’Relioun an der Geschicht vum Mënsch gespillt huet, an trotz der Dramatik,
mat där an eiser Zäit de militante reliéise Fanatissem erëm zouhëlt, betruechten zënter ville Jorzéngten ëmmer méi
Leit d’Relioun an déi reliéis Institutiounen als irrelevant fir der Welt hir grouss Uleiessen; si ersetzen d’Relioun
doduerch, dass se sech dem hedonistesche Striewen no materieller Befriddegung verschreiwen oder enger
hausmaacher Ideologi noginn, déi d’Gesellschaft vun hirem offensichtleche Misär soll erléisen. Mee amplaz ze
begräifen, dass d’Mënschheet eng Eenheet ass an d’Harmonie tëscht de verschiddene Vëlker ze vergréisseren, haten
zevill vun dësen Ideologien d’Tendenz, fir de Staat ze vergëttlechen, de Rescht vun der Mënschheet ënnert eng
bestëmmten Natioun, Rass oder Klass ze stellen oder all Diskusssioun an all Gedankenaustausch ze ënnerdrécken.
Oder si hu Millioune vu Leit, déi Honger leiden, ongenéiert dem Mechanismus vun engem Wirtschaftssystem
ausgesat, deen der Majoritéit hir Situatioun ganz kloer verschlëmmert, iwwerdeems an e puer klenge Gruppen
d’Méiglechkeet gëtt, an engem Iwwerfloss ze liewen, vun deem eis Grousseltere knapps konnten dremen. Souwäit
zu eisem fënneften Deel iwwer d’Dokument: D ’Versprieche vum Weltfridden.
239 Internationale Kannerdag
239t Sendung, 26ten an 27ten November. Léif Radio Ara Nolauschterer, leschte Samschdeg war internationalen
Dag vun de Kanner an dofir geet et an dëser Sendung an der Haaptsaach ëm d’Erzéiung vun de Kanner. Fänke mer
awer mat enger Geschicht zum Nodenken un.
Den Zaubermoschtertkär. Et gëtt eng al chinesesch Legend vun enger Fra, där hire Jong gestuerwen ass. An hirer
Trauer goung si bei en hellege Mann fir en ëm Rot ze froen. „ Hellege Mann, wéi eng Gebieder a Rezepter kenns
du, fir mäi Jong nees lieweg ze maachen ? “ „ Bréng mir “, sot den hellege Mann, „ e Moschtertkär aus engem Haus,
wat nach ni Leed kennegeléiert huet. Mat deem Moschtertkär wäerte mir de Misär aus dengem Liewe verdreiwen. “
D’Frau huet sech op d’Sich gemaach nom Moschtertkär. Fir d’éischt koum si bei e grousst Haus, huet un d’Dier
geklappt a gesot. „Ech sichen en Haus, dat nach ni Leed erfuer huet. Ass hei esou eng Plaz? Et ass ganz wichtegfir
mech. “ „Ma da bass du hei op der falscher Plaz “ a si hunn all hiert Ongléck verzielt, dat si an der Lescht haten.
D’Fra huet sech geduecht: „ Wie kann dësen ongléckleche Leit wuel besser hëllefe wéi ee wéi ech, déi selwer so déif
am Ongléck sëtzt? “ Sou ass si bliwwen an huet si getréischt. Duemo ass si weidergaang fir no engem Haus ze
sichen, dat nach ni Leed erlieft huet. Mee iwwerall wou si komm ass, an Dierfer a Stiet, iwwerall ass si dem Leed
begéint. Zum Schluss huet si sech nëmmen nach mam Leed vun anere Leit beschäftegt, soudass si d’Sich nom
Moschtertkär ganz vergiess huet. Dobäi gouf si sech guer net bewosst, dass si op dës Weis tatsächlech d’Peng aus
hirem Liewe verdriewen huet. 1
Dës Geschicht erënnert mech un e Femsehowend bei ARTE iwwer d’Laachen. Huet ee Grond fir net ze laachen,
wann ee genuch ze iessen huet a wann een op mannst e Frënd a sengem Liewen huet? Kanner brauche souvill Léift
well si nach méi vulnérabel si wéi mir Erwuessener.
Hei elo e Gebiet vun engem Kand dat sengen Eltere seet:
Ech wier sou gär de Felix, eis kleng Kaz,fir kënnen an d’Âerm geholl ze ginn, all Kéier wann dir heemkommt.
Heiansdo wier ech sou gär e Walkman, fir dass ech spieren, dass dir mir nolauschtert, mat nëmme menge Wierder
no bei ären Oueren, mam Echo vu mengem Alengsinn. Ech wier gär eng Zeitung, fir dass dir iech all Dag Zäit huelt
fir mech a mech frot wéi eng Neiegkeeten et ginn.
Ech wier gär eng Tëlee,fir dass ech nie brauch owes aleng anzeschlofen, ouni dass dir mech op mannst eng Kéier
mat Interessi gekuckt hutt. Ech wier sou gär eng Kéier d 'Fussballsequipp Pappa, fir dass ech dech voll Freed
gesinn, no jidderenge vu menge Victoiren an e Romanfir dech Mamma, fir dass du meng Gefiller liese kanns. Wann
ech sou nodenken, wéilt ech wierklech nëmme just eng Saach sinn: en onschätzbare Cadeau fir iech zwee. Kaaft mir
näischtfir mäi Gebuertsdag, maacht just dass ech spieren, dass ech äert Kand sinn.
Ofschléissend nach e puer Zitater iwwer d’Kanner: Vum William Butler Yeats: „Erzéien heescht net einfach eng
Vase vollschëdden, mee villméi e Feier ufänken “.
Vum Antoine de Saint-Exupéry: „Mënsch sinn, ass genee gesinn, verantwortlech, responsabel sinn. Et ass spieren,
wann ee säi Liewe lieft, dass een derzou bäigedroen huet, d’Welt ze bauen. ”
Aus de Bahâ’i Schrëften: “ Betruecht de Mënsch als e Biergwierk, räich un Eedelsteng vun onschätzbarem Wäert.
Nëmmen d'Erzéiung ka bewierken, dass et seng Schätz ervierbréngt an dass d'Mënschheet dorauser Notzen zéie
1 Goldene Âpfel, Spiegelbilder des Lebens, Kambiz Poostchi, Horizonte Verlag 2002
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 173 -
kann. ” “Training a moralescher Wäerter an an engem gudde Behuele si vill méi wichteg wéi an de Bicher léieren.
E Kand dat propper ass, agreabel ass, e gudde Charakter huet, sech gutt behëlt - och wann et onwëssend ass - ass
engem Kand virzezéien, wat graff ass, knaschteg, e schlechte Charakter huet an awer vill Kenntnisser an de
Wëssenschaften a Kënschten huet. De Grond dofir ass, dass d’Kand wat sech gutt behëlt, och wann et onwëssend
ass, ass anere vun Notzen, wärend e Kand mat engem schlechte Charakter a schlecht erzunn verduewen ass an
anere schuede kann, och wann et vill Wëssen huet. Wann awer d’Kand so erzunn ass dass et vill weess a gutt ass,
ass d’Residtat Liicht op Liicht. ” 1
240 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 5/13
240t Sendung, 3ten a 4ten Dezember 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, dir héiert elo eise sechsten Deel iwwer
dat Dokument vum héchste Bahâ’i Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht, d’Versprieche vum
Weltfridden.
Wéi schappeg ass dach d’Leeschtung vun den Ersatzreliounen, déi an eisem Zäitalter opkomm sinn. An der
massiver Erniichterung vu ganze Populatiounen, déi geléiert goufen, un hiren Altär ze bieden, weist sech der
Geschicht hiert onwidderrufflecht Urteel iwwer hire Wäert. Déi, déi hinnen hir Carrière an de mënschlechen Affäre
verdanken, hu Jorzéngten erduerch ëmmer méi eng onbegrentze Muecht kritt; an d’Friichte vun där Entwécklung
sinn déi sozial an ekonomesch Krankheeten, déi um Enn vum zwanzegste Jorhonnert all Regioun vun der Welt
befall hunn. Hannert all dëse baussenzege Ploe gesäit een de geeschtege Schued an der Apathi, déi d’Mass vun der
Bevëlkerung vun allen Natioune gepaakt huet, an am Ofstierwe vun Hoffnung an den Häerzer vu Milliounen,
deenen dat Néidegst feelt an déi vun Angscht erfëllt sinn.
Elo ass d’Zäit, wou déi, déi den Dogma vum Materialismus priedegen, egal ob am Osten oder am Westen, egal ob
am Kapitalismus oder am Sozialismus, musse Rechenschaft ofleeën iwwer déi geeschteg Féierung, déi se behaapt
hunn ze vermëttelen. Wou ass déi „nei Welt“, déi dës Ideologië verspriechen? Wou ass den intemationale Fridden,
deem seng Idealer si wéi et schéngt ënnerstëtzen? Wou huet d’Glorifikatioun vun enger bestëmmter Rass, Natioun
oder Klass et erméiglecht, an nei Beräicher vu kultureller Leeschtung virzestoussen? Firwat geet déi grouss
Majoritéit vun de Vëlker vun der Welt ëmmer méi am Honger an am Misär ënner, wann déi aktuell Arbitere vun de
Mënschen hiren Uleiessen iwwer e Räichtem verfügen, dee sech d’Pharaoen, déi réimesch Keeser oder souguer déi
imperialistesch Muechten aus dem nonzéngte Jorhonnert am Dram net hätte kënne virstellen?
Et ass vimn allem an der Verherrlechung vum Truechten no materielle Saachen - an engems d’Quell an déi
gemeinsam Egeschaft vun all deenen Ideologien - wou mir d’Wuerzel fannen, aus där déi falsch Opfaassung
staamt, dass d’Mënschen onverbesserlech egoistesch an aggressiv sinn. Hei muss de Buedem preparéiert gi fir
d’Opriichte vun enger neier Welt, an där sech eis Kanner kënne wuel fillen.
Wéi d’Erfamng weist, hunn déi materialistesch Idealer et net fäerdegbruecht, der Mënschheet hir Bedierfnësser
zefriddenzestellen; dofir sollte mer éierlech sinn an zouginn, dass elo en neien Effort muss gemaach ginn, fir dem
Planéit seng akut Problemer ze léisen. Déi onerdréiglech Conditiounen, déi an der Gesellschaft virherrschen,
verroden e gemeinsamt Versoe vun alle Mënschen, en Ëmstand, deen d’Divisioun tëscht deene verschiddene
Gmppen nach éischter verstäerkt, wéi se ofzebauen. Ouni Zweiwel ginn hei dréngend gemeinsam
Léisungsustrengunge gebraucht. Et ass vimn allem eng Fro vun der Astellung. Wäert d’Mënschheet weiderfueren,
de Kapp ze weisen an un iwwerliefte Konzepter an onveräntwerbaren Hypothese festzehalen? Oder wäerten hir
Cheffen, onofhängeg vun hirer Ideologi, virtrieden a resolutt matenee beroden, fir zesummen déi richteg Äntwerten
ze fannen?
Wiem d’Zukunft vun der mënschlecher Rass net egal ass, sollt sech dëse Rot zu Häerz huelen:,, Wa laang
ënnerstëtzten Idealer a fest verankert Institutiounen, wa verschidden Hypothese vum Zesummeliewen a bestëmmt
reliéis Bekenntnesser opgehalen hunn, der ganzer Mënschheet hiert Wuel ze fërderen, wa se de Bedierfnesser vun
enger Mënschheet a bestänneger Evolutioun net méi gerecht ginn, da loosst eis se op d’Säit kiere bei déi
Doktrinnen, déi iwwerholl a vergiess sinn. Firwat sollte grad si, an enger Welt, déi dem éiwege Gesetz vu
Verännerung an Zerfall ausgesat ass, vun der Degradatioun verschount bleiwen, déi noutwennegerweis all
mënschlech Institutioun befällt? Schliesslech hu gesetzlech Normen, politesch a wirtschaftlech Theorien just
nëmmen d’Aufgab, fir d’Intresse vun der Mënschheet als ganzer ze schützen; dogéint däerf d’Mënschheet net
gekräizegt ginn, fir dass e bestëmmt Gesetz oder eng bestëmmt Doktrinn bestoe bleift. “
Souwäit zu eisem sechsten Deel iwwer d’Dokument: D’Versprieche vum Weltfridden.
1 Ruhi Institut, Buch 5, Lehren in Kinderklassen, Alterstufe 2
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 174 -
241 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 6/13
241t Sendung, lOten an 1 lten Dezember 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, dir héiert elo eise siwenten Deel
iwwer dat Dokument vum héchste Bahâ’i Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht.
II. Moossnamen, déi d’Atomwaffen ofschafen, de Gebruauch vu Gëftgase verbidden oder déi bakteriell
Krichsféierung ënnersoen, kënnen dem Krich seng eigentlech Ursaachen net ewechhuelen. Onofhängeg dervun, wéi
wichteg natierlech esou praktesch Schrëtt als Elementer vum Friddensprozess sinn, si sinn u sech ze
iwwerflächlech, fir laang en Afloss ze hunn. D’Vëlker hu genuch Fantasie, fir nach aner Forme vu Krichsféierung
ze erfannen, a fir Liewesmëttel, Réistoffer, Geld, Industrimuecht, Ideologie an Terrorismus anzesetzen, fir eent dat
anert ze ënnerwerfen an engem Striewen ouni Enn no Iwwerleënheet a Muecht. Grad esou léisst sech deen aktuelle
groussen Duerchemeen an der Mënschheet hiren Ugeleënheeten net doduerch verbesseren, dass spezifesch
Konflikter oder Meenungsverschiddenheeten tëscht den Natioune bäigeluecht ginn. E wierklech universelle Kader
muss ugeholl ginn.
Sécher feelt et net um Geständnes vun nationale Leaderen, dass et sech hei ëm e weltwäite Problem handelt, wat jo
aus den ëmmer méi dréngleche Froen, déi si all Dag konfrontéieren, kloer ervirgeet. Ausserdeem gëtt et déi sëlleg
Etüden a Léisungsvirschléi vun intresséierten an opgekläerte Gruppen a vun de Vereenten Natiounen hire Servicer,
déi praktesch ausschléissen, dass een iwwer déi grouss Ufuerdemngen net am Bild ass. Et besteet allerdéngs eng
Lähmung, wat de Wëllen ubelaangt; a grad dës Lähmung muss genee ënnersicht a resolutt behandelt ginn. Wéi mer
scho festgestallt hunn, leien hir Wuerzelen an enger déiwer Iwwerzegung vun der Mënschheet hirer
onëmgänglecher Streideregkeet, wat derzou féiert, dass kaum vun der Méiglechkeet riets geet, den nationalen
Eegenintressi ënnert d’Ufuerderunge vun enger Weltuerdnung ze stellen, an dass keen de Courage huet, den
enormen Implikatiounen an d’Aen ze kucken, déi d’Opriichte vun enger vereenegter Weltautoritéit géif mat sech
bréngen. Si léisst sech och zréckféieren op d’Onfäegkeet vu gréisstendeels ongebilten an ënnerdréckte
Mënschemassen, fir hiert Verlaangeren no enger neier Uerdnung auszedrécken, an där si mat alle Mënschen a
Fridden, Harmonie a Wuelstand kënne liewen.
Déi kleng Schrëtt, mat deene sech - besonnesch zënter dem Zweete Weltkrich - un eng Weltuerdnung erugetaascht
gëtt, setzen hoffnungsvoll Zeechen. Déi steigend Tendenz vu Gmppe vun Natiounen, fir Bezéiungen ze
fromaliséieren, déi eng Zesummenaarbecht op Gebitter vu béidsäitegem Intressi méiglech maachen, léisst hoffen,
dass geschwënn all Länner dës Lämung kënnen iwwerwannen. D’Associatioun vu Südostasiateschen Natiounen,
d’Karibesch Gemeinschaft an hire Marché Commun, de Mëttelamerikanesche Marché Commun, de Rot fir
Géigesäiteg Wirtschaftlech Ënnerstëtzung, d’Europäesch Gemeinschaften, d’Liga vun den Arabesche Staaten,
d’Organisatioun fir Afrikanesch Eenheet, d’Organisatioun vun den Amerikanesche Staaten, de Südpazifesche
Forum - all déi gemeinsam Initiativen, déi dës Organisatioune verkierperen, maachen de Wee fräi an eng
Weltuerdnung.
Souwäit zu eisem siwenten Deel iwwer d’Dokument: D’Versprieche vum Weltfridden.
Ofschléissend wëllt ech iech ganz häerzlech op eng Konferenz nächsten Dënschdeg den Owend alueden, an dat um
aacht Auer owes am Bahâ’i Zenter, Allée Léopold Goebel. Bei Geleeëenheet vun intemationalen Dag vun de
Mënscherechter eng Konferenz op franséisch mam Titel: Justice internationale: une vision, des réalités, mat der
Madame Jeanne Sulzer, Responsable Justice Internationale â la Fédération Intemationale des Ligues des Droits de
l’Homme (FIDH) et Mme Caroline Samandari-Avanzo, Représentante de la Communauté Intemationale Baha’ie,
Paris Consultante auprès du Groupe d’Action Judiciaire de la FIDH. Hei den Text vun der Invitatioun : «La
réflexion a beaucoup porté, au cours des cinquante dernières années, sur la nécessité de juger les responsables des
crimes les plus graves: génocides, crimes de guerre, crimes contre l’humanité, ceux «qui touchent l’ensemble de la
communauté internationale», selon l’expression consacrée dans le statut de la Cour pénale internationale (CPI).
On a pu ainsi assister ä une véritable prise de conscience, tant au niveau institutionnel qu ’au niveau de la société
civile internationale, des enjeux et des conséquences que pouvait susciter la permanence de l’impunité. Depuis la fi
n de la Seconde Guerre mondiale, la FIDH n ’a cessé d ’oeuvrer pour la création d ’une juridiction pénale
internationale qui soit dotée d’un caractère permanent. Membre fondateur de la Coalition internationale des ONG
pour la CPI qui regroupe plus de mille organisations, la FIDH a été présente â toutes les négociations pour la
création de la Cour et s ’est avérée particulièrement active lors de la conférence de Rome, au cours de laquelle cent
vingt États ont adopté, en juillet 1998, le statut de la Cour pénale internationale. Depuis, elle continue de participer
sans relâche â toutes les sessions permettant de préparer le fonctionnement effectif de cette juridiction et cherche â
faciliter l’information, l’accompagnement et la représentation des victimes devant la Cour.»
Souwäit d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i um Radio ARA. Iech alleguer e schéine Weekend.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 175-
242 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 7/13
242t Sendung, 17ten an 18ten Dezember 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, dir héiert elo eisen aachten Deel
iwwer dat Dokument vum héchste Bahâ’i Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht.
Dass verschiddene vun eisem Planéit sengen am déifste verwuerzelte Problemer méi eng grouss Opmierksamkeet
geschenkt gëtt, ass en anert Signal vun Hoffnung. Trotz de Vereenten Natiounen hiren evidente Feeler ginn déi
iwwer véierzeg Deklaratiounen a Conventiounen, déi dës Organisatioun adoptéiert huet, esouguer wann
d’Regierungen se net mat Begeeschterung ënnerstëtzt hunn, den einfache Mënschen d’Gefill vun engem neien
Opschwong. Déi Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter, d’Ofkommes iwwer d’Preventioun an d’Bestrofung
vu Vëlkermuerd an déi aner Moossnamen, déi sech zum Zil gesat hunn, all Forme vun Diskrimatioun opgrond vu
Rass, Geschlecht oder Glawen ze eliminéieren; d’Verdeedegung vun de Rechter vum Kand; d’Protektioun géint
Folter; d’Iwwerwanne vun Honger an Ënnerernierung; de Gebrauch vu wëssenschaftlechem an technologeschem
Fortschrëtt fir de Fridden a fir d’Wuel vun der Mënschheet - all dës Schrëtt wäerten, wa se mat Courage applizéiert
a weiderentwéckelt ginn, deen Dag méi no bréngen, wou d’Gespenst vum Krich net méi d’Muecht huet, fir déi
intemational Bezéiungen ze dominéieren. Et brauch een d’Bedeitung vun de Froen, déi dës Deklaratiounen a
Conventioune behandelen, net ervirzesträichen. Allerdéngs verdéngen e puer vun dëse Froe wéinst hirer
onmëttelbarer Wichtegkeet fir d’Verwierklechung vum Weltfridde méi eng ausféierlech Behandlung.
De Rassismus, eent vun de schlëmmsten an haartnäckegsten Iwwelen, ass eng Haaptbarrière fir de Fridden. Wou
hien d’Handele bestëmmt, gëtt dem Mënsch seng Dignitéit esou mat Féiss getrueden, dass e sech ënnert kengem
Virwand rechtfertege léisst. De Rassismus behënnert seng Affer doran, hiirt onbegrenzte Potential ze entfalen, e
mécht seng Vertrieder kormpt a steet dem mënschleche Fortschrëtt am Wee. D’Unerkennung vun der Eenheet vun
der Mënschheet, duerch gëeegent gesetzlech Moossname verwierklecht, muss weltwäit ënnerstëtzt ginn, wa mir
dëse Problem wëllen an de Grëff kréien.
Déi extrem Ongläichheet tëscht Aarmen a Räichen, eng Quell vun onvirstellbarem Leed, hält d’Welt an engem
Zoustand vun Instabilitéit, dee praktesch all Ament kann zu Krich féieren. Dës Situatioun hunn net vill
Gesellschafte mat Erfolleg ugepaakt. D’Léisung verlaangt eng kombinéiert Applikatioun vu geeschtegen,
moraleschen a praktesche Moossnamen. Eng nei Perspektiv ass erfuerdert, an dozou gehéiert d’Berodung mat
Spezialisten aus villerlee Branchen, ouni wirtschaftlech an ideologesch Polemik, an d’Bedeelegung vun de Leit, déi
direkt betraff sinn, un den Entscheedungen, déi dréngend musse geholl ginn. Et handelt sech hei ëm eng Fro, déi net
nëmmen un d’Noutwennegkeet geknäppt ass, d’Extremer vu Räichtem an Aarmut ass der Welt ze schafen, mee och
un déi geeschteg Wouréchten, déi, wa se verstan ginn, eng nei ganzheetlech Attitude kënnen ervirbréngen. Esou eng
Attitude ze begënschtegen, ass u sech schon een Haaptelement vun der Léisung.
En Nationalismus ouni Gitt, am Géigesaz zu engem verstännegen a legitime Patriotismus, muss enger méi
ëmfaassender Loyautéit Plaz maachen, enger Léift zu der Mënschheet als ganzer. Dem Bahâ'u'llâh seng Wierder
sinn: „Dës Äerd ass nëmmen ee Land, an all Mënsche si seng Biirger. “ D’Konzept vum Weltbiergertum ergëtt sech
onmëttelbar aus der Welt hirer Verklengerung zu enger Stad, déi mam wëssenschaftleche Fortschrëtt an der
onbestreitbarer géigesäiteger Ofhängegkeet tëscht den Natiounen erfollegt ass. D’Léift zu all de Vëlker vun der
Welt schléisst d’Léift zum eegene Land net aus. An enger Weltgesellschaft déngt een deem Deel senger Intressen
am beschten, wann ee sech fir d’Intresse vum Ganzen asetzt. Aktuell international Aktivitéiten op verschiddene
Gebitter, déi géigesäiteg Affektioun an e Gefill vu Solidaritéit ënnert de Vëlker nieren, mussen nach staark
zouhuelen.
Souwäit d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i um Radio ARA, iech alleguer e schéine Weekend.
243 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 8/13
243t Sendung, 24ten an 25ten Dezember 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, dir héiert elo eisen néngten Deel
iwwer dat Dokument vum héchste Bahâ’i Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht.
Reliéise Sträit war am Laf vun der Geschicht d’Ursaach vu ville Kricher a Konflikter an en Haapthindemis fir de
Fortschrëtt, an e wierkt ëmmer méi ofstoussend op d’Adepte vu jiddwer a vu kengem Glawensbekenntnes. Alle
Reliounen hir Unhänger mussen d’accord sinn, fir sech deenen elementare Froen ze stellen, déi dëse Sträit opwërft,
an zu kloren Äntwerten kommen. Wéi sollen, an der Theorie wéi an der Praxis, hir Menungsverschiddenhete
bäigeluecht ginn? D’Erausfuerdemng fir der Mënschheet hir reliéis Leader besteet doran, mat Häerzer, déi vu
Matgefill a vun engem Verlaangeren no Wourécht erfëllt sinn, de Mënschen hire Misär ze betmechten a sech dann
ze froen, ob si net, an Demut virun hirem allmächtege Schëpfer, hir ënnerschiddlech theologesch Opfaassungen an
engem grousshäerzege Geescht vu géigesäitegem Versteesdemech kënne begruewen, an doduerch d’Méiglechkeet
kréien, zesumme fir d’Entwécklung vu mënschlechem Verständnes a Fridden ze schaffen.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 176 -
D’Emanzipatioun vun der Frau, d’Verwierklechung vun enger vollstänneger Gläicberechtegung tëscht de
Geschlechter, ass eng vun de wichtegsten, wann och manner erkannte Viraussetzunge fir de Fridden. Wien dës
Gläichberechtegung refuséiert, begeet en Onrecht géint d’Hallschecht vun der Weltbevëlkerung a fördert an de
Männer schiedlech Astellungen a Gewunnechten, déi si aus der Famill op d’Aarbechtsplaz, an d’politescht Liewen
an zu gudder Lescht och an déi international Relatiounen droen. Et gëtt kee Grond, weder moralesch nach praktesch
oder biologesch, deen esou ee Refos justifiéiert. Eréischt wann d’Fraen als vollwäerteg Partner an alle Beräicher
vum mënschleche Striewen opgeholl ginn, wäert dee moraleschen a psychologesche Klima entstoen, aus deem de
Weltfridde kann ervirgoen.
Den Ideal vun universeller Erzéiung, fir dee sech schon eng Arméi vun dévouéierte Leit aus alle Glawensrichtungen
an Natiounen asetzen, verdéngt déi gréisst Ënnerstëtzung, déi der Welt hir Regirunge kënnen opbréngen. Et léisst
sech nämlech net ofstreiden, dass d’Onwëssenheet d’Haaptursaach ass fir de Verfall an den Ënnergank vun de
Vëlker an d’Bestoebleiwe vu Viruerteler. Keng Natioun kann et zum Erfolleg bréngen, wann net all hire Biirger eng
Bildung vermëttelt gëtt. Wéinst dem Fele vu Ressource si vill Natiounen nëmme begrenzt fäeg, dës
Noutwendegkeet ze erfëllen, a kréien eng gewëss Reiefolleg vu Prioritéiten operluecht. Déi Gremien, déi doriwwer
decidéieren, wäre gutt beroden, wa se sech géingen iwwerleën, fir der Ausbildung vu Fraen a Meedercher
d’Prioritéit ze ginn, well iwwer gebillte Mamme léisst sech de Benefice vum Wëssen am wierksaamsten an am
séiersten an der Gesellschaft verbreeden. Fir den U f'uerderunge vun eiser Zäit gerecht ze ginn, sollt een och drun
denken, fir de Konzept vum Weltbiergertum als Bestanddeel vun all Kand senger normaler schoulescher Erzéiung
ze vermëttelen.
E grondsätzleche Manktem u Kommunikatioun tëscht de Vëlker behënnert eeschtlech d’Beméiungen ëm de
Weltfridden. D’Adoptioun vun enger internationaler Hëllefssprooch géif vill derzou bäidroen, dëse Problem ze
léisten, a verdéngt dofir déi gréissten Opmierksamkeet.
Bei all dësen Themae sollt een zwee Punkten ervirhiewen. Éischtens besteet d’Ofschafe vum Krich net einfach
doran, Verträg a Protokoller ze ënnerschreiwen; et ass eng komplex Aufgab, déi verlaangt, dass ee sech op engem
neien Niveau fir d’Léisung vu Froen asetzt, déi normalerweis net mam Striewen no Fridden associéiert ginn. Wa se
sech ausschliisslech op politesch Ofmaachunge stäipt, bleift d’Iddi vu kollektiver Sécherheet eng Illusioun.
Zweetens ass déi primär Erausfoerderung am Ëmgank mat Friddensfroen déi, sech aus purem Pragmatissem ze
léisen an eng Grondsazdiskussioun ze féieren. Well eigentlech entsteet de Fridden aus engem ënnerlechen Zoustand
eraus, deen duerch eng geeschteg oder moralesch Astellung gestäipt gëtt, an d’Méiglechkeet vun dauerhafte
Léisunge fënnt sech haaptsächlech dann, wann esou eng Astellung kann ervirgeruff ginn.
Et gëtt geeschteg Prinzipien - oder wéi verschidde Leit soen, mënschlech Wäerter - mat deenen hirer Hëllef sech fir
all soziale Problem Léisunge fanne loossen. Allgemeng gesi kann all Grupp mat gudden Intentiounen sech fir seng
Problemer praktesch Léisungen ausdenken, mee gutt Intentiounen a praktescht Wësse ginn normalerweis net duer.
Den Haaptverdéngscht un engem geeschtege Prinzip läit doran, dass hien net nëmmen eng Perspektiv virgëtt, déi
mam Wiese vum Mënsch iwwereneestëmmt, mee doriwwer eraus eng Astellung, eng Dynamik, ee Wëllen, ee
Striewen ausléist, déi d’Entdeckung an d’Duerchféierung vu praktesche Moossnamen erliichteren. De
Regierungscheffen an alle Mënschen, déi Muecht ausüben, wär an hirem Striewen no Problemléisunge vill gehollef,
wa se fir d’éischt géifen erausfannen, wat fir Prinzipien am Spill sinn, a sech dann duerch dës leede loossen.
Souwäit d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i um Radio ARA. Iech alleguer e schéine Weekend.
244 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 9/13
244t Sendung, 3 lten Dezember an den lte Januar 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, dir héiert elo eisen zéngten
Deel iwwer dat Dokument vum héchste Bahâ’i Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht.
III. Déi wichtegst Fro, déi muss gekläert ginn, ass, wéi d’Welt vun haut mat hiren agerappte Konfliktstrukture sech
zu enger Welt verännere kann, an där Harmonie an Zesummenaarbecht virherrschen.
Eng Weltuerdnung léisst sech nëmmen op dat iwwerzeegte Bewosstsi grënnen, dass d’Mënschheet eng Eenheet ass,
eng geeschteg Wourécht, déi all Humanwëssenschafte konfirméieren. D’Anthropologie, d’Physiologie,
d’Psychologie kennen nëmmen eng Spezies Mënsch, och wann dës an den zweetrangegen Aspekter vum Liewn
onendlech variéiert. Dës Wourécht unzeerkennen heescht, all Zorte vu Virurteeler opzeginn, wat Rass, Klass,
Hautfaarf, Glawen, Natioun, Geschlecht, materiellen Entwécklungsstand betrëfft, alles wat d’Mënschen derzou
féiert, sech anere géintiwwer fir iwwerleeën ze halen.
D’Eenheet vun der Mënschheet unzehuelen, ass déi éischt fondamental Viraussetzung fir der Welt hir
Reorganisatioun an Administratioun als en eenzegt Land - der Mënschheet hir Hemecht. Eng weltwäit
Unerkennung vun dësem geeschtege Prinzip ass wiesentlech fir all erfollegräiche Versuch, de Weltfridden
opzeriichten. Si sollt dofir uechter d’ganz Welt proklaméiert, an de Schoule geléiert an an all Land ëmmer nees
^ *
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 177 -
affirméiert ginn als Virbereedung op déi organesch Verännerung an der Gesellschaft hirer Struktur, déi et mat sech
bréngt.
Vum Bahâ’i Standpunkt aus verlaangt d’Unerkennung vun der Eenheet vun der Mënschheet „net manner wéi
d’Rekonstruktioun an d’Demilitariséierung vun der ganzer ziviliséierter Welt — enger Welt, déi an alle
wiesentlechen Aspekter vun hirem Liewen, hirerpolitescher Maschinnerie, hirem geeschtege Striewen, hirem
Commerce an hire Finanzen, hirer Schrëft an hirer Sprooch organesch zesummegewuess ass an trotzdeem
onendlech villfälteg an den nationalen Egenaarte vun hire federéierten Elementer. “
A sengen Ausféierungen iwwer dësem Grondprinzip seng Inplikatioune sot de Shoghi Effendi, den Hidder vum
Bahâ’i Glawen, am Joer 1931: „ Wäit dervun, d’Fondatioune vun der haiteger Gesellschaft wëllen ëmzegeheien,
versicht et, hir Basis ze erweideren, hir Institutiounen esou ëmzegestalten, dass se mat de Bedierfnesser vun enger
Welt a bestänneger Verännerung iwwereneestëmmen. Et ka mat kenge legitimen nationale Flichtgefiller a Konflikt
trieden oder wiesentlech Loyautéiten ënnergruewen. Säin Zil ass et weder, d’Flam vun engem gesonden an
intelligente Patriotissem an de Mënschen hiren Häerzer ze erstécken, nach, de Svstem vun nationaler Autonomie
ofzeschafen, dee jo esou wiesentlech ass, wann d’Iwwele vun enger iwwerdriwwener Zentraliséierung solle
verhënnert ginn. Et ignoréiert net d’Diversitéit vum Urspronkvun de Vëlker, vuKlima, vu Geschicht, Sprooch an
Traditioun, vun Denkweisen a Gewunnechten, déi der Welt hir Vëlker vuneneen ënnerscheden, an et versicht och
net, dës Diversitéit ze ënnerdrécken. Et rifft op zu méi enger grousser Lovautéit, zu méi engem héije Striewen, wéi et
je virdrun d’Mënschen ugedriwwen huet. Et insistéiert drop,fir national Motivatiounen an Intressen hannert déi
zwéngend Fuerderunge vun enger geeentener Welt ze stellen. Et verwerft iwwerdriwwen Zentraliséierung op där
enger Säit a refuséiert all Bestriewen no Uniformitéit op där anerer. Seng Devis ass d’Eenheet an der Diversitéit
Fir dës Ziler ze erreechen, mussen hinne schrëttweis déi national politesch Astellungen ugepasst ginn, déi den
Ament un Anarchie grenzen, well et keng kloer defméiert Gesetzer oder iwwerall unerkannten an applikabel
Prinzipie gëtt, déi d’Bezéiungen tëscht den Natioune reegelen. De Vëlkerbond, d’Vereenten Natiounen an déi sëlleg
Organisatiounen an Ententen, déi se ervirgeruff hunn, hunn ouni Zweiwel gehollef, e puer negativ Auswierkunge
vun intemationale Konflikter ofzzeschwächen, mee si hu sech als onfäeg erwisen, de Krich ze verhënneren.
Tatsächlech goufen et zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich eng grouss Zuel aner Kricher, vun deenen der vill
nach ëmmer amgaang sinn.
Souwäit d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i um Radio ARA, iech alleguer e schéine Weekend.
245 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 10/13
245t Sendung, 8ten an 9te Januar 2005. Léif Radio Ara Nolauschterer, dir héiert elo eisen eeleften Deel iwwer
d’Versprieche vum Weltffidden, dat Dokument vum héchste Bahâ’i Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt
riicht.
Dësem Problem seng wichtegst Aspekter hate sech schon am nonzéngte Jorhonnert ze erkenne ginn, wéi Bahâ'u'llâh
fir d’éischt seng Propositioune fir den Opbau vum Weltfridde virgeluecht huet. A sengen Deklaratiounen un
d’Herrscher vun der Welt huet hien de Prinzip vu kollektiver Sécherheet vertmeden. De Shoghi Effendi huet
d’Bedeitung dervu kommentéiert: „ Wat soss kënnten dës beandrockend Wierder heeschen, “ huet e geschriwwen,
„wann net den Hiwäis op déi onemgänglech Aschränkung vun absolutter nationaler Souveränitéit als enger
noutwenneger Bedéngung fir d’Formatioun vun enger zoukënfteger Federatioun vun allen Natioune vun der Welt?
Iergend eng Form vu Welt-Iwwerstaat muss noutwennegerweis entwéckelt ginn - ee Staat, deem all Natioune
fräiwëlleg jiddwer Usproch op Krichsféierung, verschidde Rechter op Steiererhiewung an all Rechter op Rëschtung
ausserfir d’Erhale vun der interner Uerdnung um egenen Territoire wäerten ofgetrueden hunn. Esou ee Staat
brauch a sengem Aflossberäich eng international Exekutiv, där et méiglech ass, jiddwer tockegem Member vun der
Federatioun hir héchsten an onbestreitbar Autoritéit opzezwéngen; e Weltparlament, deem seng Memberen duerch
d’Vëlker an alle Länner gewielt an duerch déi respektiv Regéirunge bestätegt ginn; an en Héchst Geriicht, deem
seng Entscheedungen obligatoresch sinn, och an deene Fäll, wou déi concernéiert Parteien hire Sträitfall net
fräiwëlleg senger Juridictioun ënnerwerfen.
Eng Weltgemeinschaft, an där sämtlech wirtschaftlech Barrière fir ëmmer aus dem Wee geraumt sinn a wou déi
géigesäiteg Ofhängegkeet vu Kapital an Aarbecht definitiv unerkannt ass; an där d’Gejäiz vu reliéisem Fanatissem
a Sträit ee fir allemol vertommt ass; an där d’Flam vum Rassenhaass endlech geläscht ass; an där en eenheetleche
Code fir internationaalt Recht, d’Produkt vum gutt iwwerluechten Uerteel vun der Welt hire federéierte
Volleksvertrieder, duerch d’direkt an zwéngend Agräife vun de Federéierten hire vereenegte Sträitkräfte
sanktionéiert gëtt; a schliisslech eng Weltgemeinschaft, an där d’Roserei vun engem onberechenbaren a militanten
Nationalissem zu engem permanente Bewosstsinn vun der Qualitéit vum Weltbierger ginn ass — esou presentéiert
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 178 -
sech tatsächlech a graffen Zich déi Uerdnung, déi Bahâ'u'llâh virausgesinn huet, eng Uerdnung, déi een enges
Daags wäert als déi schéinste Fruucht vun engem Zäitalter betruechten, dat sech lues a lues opdeet. “
Bahâ'u'llâh huet drop higewisen, dass dës Moossname géifen an d’Weeër geleed ginn: „D ’Zäit muss kommen, an
där op der ganzer Welt realiséiert gëtt, wéi dréngend noutwenneg et ass, dass d ’Mënschen eng grouss, eng
allëmfaassend Versammlung ofhalen. Der Âerd hir Regéierer a Kinneke mussen onbedéngt dorun deelhuelen an
iwwer d'Bedeelegung un hiren Deliberatiounen déi Méiglechkeeten a Mëttelen an d’Ae faassen, déi d’Fondatioun
fir der Welt hire Gréisste Fridden tëscht de Mënsche leeën. “
De Courage, d’Determinatioun, d’Eierlechkeet, d’oneegennëtzeg Léift vun engem Vollek fir dat anert - all déi
geeschteg a moralesch Eegeschaften, déi gebraucht ginn, fir dëse gewaltege Schratt an d’Richtung vum Fridden ze
ënnerhuelen, leien am Wëllen zur Handlung. An et ass am Bestriewen, fir deen néidege Wëllen opzebréngen, wou
ee sech eeschtlech muss mat der Wierklechkeet vum Mënsch, nämlech mat séngem Denken, befaassen. Dëser
mächteger Wierklechkeet hir Bedeitung verstoen, heescht och erkennen, dass et sozial gesinn noutwenneg ass, hiren
eenzegaartege Wäert mat Hëllef vun oppener, onparteiescher a frëndschaftlecher Berodung ëmzesetzen, an no deem
ze handelen, wat bei dësem Prozess erauskënnt. Bahâ'u'llâh huet mat Nodrock drop higewisen, wéi wäertvoll an
onverzichtbar d’Berodung ass, fir déi mënschlech Ugeleeënheeten an d’Fassong ze bréngen. Hie sot: „Berodung
vermëttelt méi en déift Bewosstsinn an erhieft d’Suppositioun zur Gewëssheet. Si ass en hellt Liicht, dat an enger
däischtrer Welt de Wee weist an eis féiert. Fir alles gëtt et elo an och an Zukunft e Grad vu Perfektioun a vu
Räiflieet. Den Don vum Verstoe weist seng Räiflieet an der Berodung. “ Eleng de Versuch, fir de Fridden duerch
Berodung ze erreechen, wéi Hien et virgeschloen huet, kann esou en heelsame Geescht ënnert der Äerd hire Vëlker
fräisetzen, dass keng Muecht deem schlussendlechen trimphalen Ausgank kéint widderstoen.
Souwäit d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i um Radio ARA. Iech alleguer e schéine Weekend.
246 Den Tsunami
246t Sendung, 14ten an 15te Januar 2005. Léif Radio Ara Nolauschterer, D’Séibiewen a Südostasien, en Tsunami,
eng Naturkastrof wéi mir se kaum erlieft hunn, woubei souvill Leit ëm d’Liewe koumen, dass et en Drëttel vun eiser
Bevëlkerung ausmécht, dat beréiert. Natierlech well mer jo och d’Biller an eiser Stuff gewise kréien, op de
Kafflsdësch moies. Aussergewéinlech ass wierklech d’Solidaritéit ënnert de Leit weltwäit, kleng a grouss, jidderee
wëllt hëllefen, spenden, eppes maachen. Dat ass och an de Medien dëser Deeg grouss erauskomm. Et sinn och méi
Leit déi bieden. Bei der Geleeënheet vum Weltdag vun de Reliounen, invitéiert d’Bahâ’i Gemeng mat der
Bedeelegung vum interreliéise Grupp AGIR op eng Zeremonie vu Gebieder aus verschiddene Reliounen. Gewidmet
sinn dës Gebieder den Affer vum Séibiewen an Asien. Dir Radio ARA Nolauschterer sidd heimat invitéiert, an dat
dëse Sonndeg, 16te Januar, um 5 Auer nomëttes, an dat wéi gewinnt am Bahâ’i Zenter, 17, allée Léopold Goebel.
Extraite vun Texter aus de verschiddenen hellege Schrëften si fir iech do. Fillt iech awer och fräi fir mat eis ären
Text oder Gebiet, dat iech um Häerz läit, mat eis ze deelen. De Programm fänkt um 5 Auer un an dauert bis halwer
7. Tëschent de Gebieder gëtt et och Musek. Fir ofzeschléisse sidd dir dann op e Patt invitéiert. Also dëse Sonndeg,
um 5 Auer, am Bahâ’i Zenter, Gebieder fir d’Affer vun Asien, mat der Bedeelegung vun all de grousse Reliounen.
U wat denke mer, wa mer gesinn, dass esou Naturkatastrofen sou mächteg sinn a mir sou schwaach? Eng interessant
Analogie heizou fënnt een an der Bahâ’i Geschicht ëm déi Zäit wou d’Titanic hir éischt grouss an eenzeg Rees
gemaach huet. ’Abdu'l-Bahâ, Jong vu Bahâ'u'llâh, Begrënner vum Bahâ’i Glawen war deemools an Europa op
Besuch a sollt mat der Titanic fueren. Am leschte Moment hat en sech anescht decidéiert an huet d’Cédric geholl.
No der Katastrof vun der Titanic schreift hien den 23ten Abrëll 1912 dat hei doriwwer: Ech faassen zesummen:
Wat dëser Deeg geschitt ass, mécht all Häerz traureg. Souvill Leit hunn hiert Liewe gelooss an hunn dës stierflech
Welt verlooss. Obschonn esou en Evenement wierklech bedauerenswäert ass, musse mir eis bewosst ginn dass all
Evenement a sech och eng Wäisheet dréit, an dass näischt ouni Grond passéiert. Doranner ass e Geheimnis, mee wat
och ëmmer d’Ursaach war, et ass en trauregt Evenement an huet ville Mënsche vill Tréine bruecht. ...
Wann ech un déi denken, déi hiert Liewe verluer hunn, sinn ech wierklech traureg, mee wann ech dëst Ongléck aus
engem anere Wénkel kucken, da sinn ech getréischt wann ech mir bewosst sinn dass d’Welte vu Gott onendlech
sinn. Och wann si dës Existenz weggeholl kruten, hu si aner Méiglechkeeten am anere Liewen, am Jenseits, sou wéi
Jesus och sot: am Haus vu mengem Papp ginn et eng sëllege Plazen. Si hunn déi stierflech Plaz opginn fir an déi
éiweg ze kommen. Si hunn de Pleséier an de Komfort vun dësem Liewen opginn, fir eng méi dauerhaft a reell Freed
ze erliewen. D’Gnod vum Härgott ass onendlech an et ass un eis fir dëser Séilen ze gedenken, an eise Gebieder, fir
dass si der Quell méi no kommen.
Dës mënschlech Bedingunge kënne mir mat der Matrix vun der Mamm vergläichen, wou d’Kand op d’Welt kënnt,
eng Welt mat ville Plazen déi et net kennt. Am Ufank ass et schwéier fir d’Kand sech un seng nei Existenz ze
winnen. Et kräischt, wéi wann et de Bauch vu senger Mamm net verloosse wollt. Et huet sech virgestallt dass
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 179 -
d’Liewe sech nëmmen op dësem klenge Raum begrenze géif. Et wëllt säin doheem net verloossen, mee d’Natur
zwéngt et dozou an dës Welt eranzekommen. An dësem Zoustand entdeckt et dass et aus der Däischtert an d’Luucht
kënnt. D’Iesse koum vum Blutt vu senger Mamm, an elo entdeckt et wonnerbar Platen, déi et genéisst. Säin neit
Liewen ass voll mat Schéinheet; mat Erstaunen ergëtzt et sech un de Bierger an den Däll, dem Gréngs, de Flëss an
de wonnerbare Stären. Et otemt frësch Loft a seet Gott Merci dass et aus sengem viregen Zoustand befräit gouf fir
elo a Fräiheet an engem neie Kinnekräich ze liewen.
Dës Analogie weist eis d’Relatioun tëschent dëser zäitlecher Welt an dem nächste Liewen - den Iwwergank vun der
mënschlecher Séil vun der Däischtert an der Incertitude, zu der Luucht an der Realitéit vum éiwege Kinnekräich.
Am Ufank ass et schwéier den Doud ze begréissen, mee wann d’Séil säin neien Zoustand erreecht huet, ass si
dankbar, well se befräit ginn ass vun der Kaptivitéit vun der beschränkter Welt fir d’Fräiheete vun enger Welt ouni
Grenzen ze erreechen. D’Séil ass befreit ginn vun enger Welt vun Trauer, Suergen a Prüfungen, fir an enger Welt
vun onendlecher Freed an Extase ze liewen.
’Abdu'l-Bahâ seet dass dës Gedanken den eenzegen Trouscht kënne sinn flr d’Famill an d’Frënn vun den Afferen.
Hie seet awer och, dass dës Evenementer méi déif Ursaachen hunn. Si sollen de Mënsche verschidde Saache
bäibréngen a kloer maachen. Dëser Deeg seet hien, an dat 1912, gi mir de materielle Mëttele vill Vertrauen.
D’Mënsche stelle sech fir, dass d’Gréisst an d’Stäerkt vun engem Schëff, d’Perfektioun vun de Maschinnen oder
d’Kompetenz vun engem Kapitän hinne Sécherheet ginn. (mir schwätze jo vum Ongléck vun der Titanic) Mee sou
Katastrofe geschéien heiansdo fir dem Mënsch ze verstoen ze ginn dass Gott dee Wierkleche Beschützer ass. Wa
Gott de Mënsch beschütze wëll, ka souguer e klengt Schëff ouni Zerstéierung devu kommen, an dat allergréisste,
modemste Schëff mat der beschter Besatzung kann d’Gefor um Mier net iwwerliewen. De But ass deen dass d’Leit
sech Gott zouwenne sollen, den eengege Beschützer, fir dass si wëssen dass Hien déi wierklech Sécherheet bréngt.
Dës Evenementer geschéien fir de Glawe vum Mënsch ze stäerken.
All dat wëllt awer net heeschen, dass mir net sollte virsiichteg sinn, an deem wat mir maachen. Gott huet eis
d’Intelligenz gi fir dass mir op eis oppasse kënnen. Sou sollte mir eis ëmginn mat allem gudde wat d’Wëssenschaft
eis ze bidden huet.
Heescht dat net fir eis haut, wat an dësen Deeg passéiert, dass mir natierlech sollte kucken fir déi beschten
Alarmsystemer, Wamsystemer sollte bereet hunn, fir Liewe kënnen ze retten, mee zousätzlech sollte mir Gott
vertrauen an eis bewosst ginn, dass letztendlech Hien eisen eenzege Beschützer ass. Mat senger Hëllef kann eis
näischt passéieren, wann et net Säi Wëllen ass, kënnen all eis Preparatiounen a Précautiounen net duergoen.
247 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 11/13
Intro ...
Dozou, wéi dës Weltversammlung soll virgoen, huet ’Abdu'l-Bahâ, Fils vum Bahâ'u'llâh an autoriséierten Interpret
vu senge Léieren, eis folgend Iwwerleeunge matgedeelt: “Si mussen d’Saach vum Fridden zum Géigestand vun
allgemenger Berodung maachen a sämtlech Mëttelen asetzen, déi hinnen zur Verfügung stinn,fir eng Unioun vun
allen Natioune vun der Welt op d'Been ze stellen. Si mussen e verbindleche Vertrag ofschléissen an e Pakt
ausschaffen, deem seng Dispositioune gerecht, onverletzbar a prezis sinn. Si mussen en der ganzer Welt virstellen
an der ganzer Mënschheet hiren Accord dofir kréien. Dës héich an nobel Enterprise - déi wierklech Quell vum
Fridden a vum Wuelfir d’ganz Welt - sollt jiddwerengem helleg sinn, deen op der Äerd wunnt. All der Mënschheet
hir Kräfte musse mobiliséiert ginn, fir d’Stabilitéit an d’Bestoebleiwe vun dësem Gréisste Pakt ze garantéieren. An
dësem universelle Pakt sollte jidder eenzelner Natioun hir Grenze kloer festegeluecht, d 'Prinzipien, op déi
d’Bezéiungen tëscht de Regierunge sech grënnen, definitiv verzeechent a sämtlech international Accorden an
Obligatioune bekräftegt ginn. Genee esou sollt d’Stäerkt vun de Waffenarsenaler vun all Regierung strikt limitéiert
ginn, well wann ee géif zouloossen, dass d ’Krichsvirberedung an d’Truppestäerkte vun iergend enger Natioun
zouhuelen, misst dëst bei anere Mësstrauen ervirruffen. D ’Grondprinzip vun dësem feierleche Pakt sollt esou
festgeluecht sinn, dass am Fall, wou iergend eng Regierung eng vu sengen Dispositioune verletzt, all Regierunge
vun derÂerd sech erhiewen, fir se zu totaler Ènnerwerfung ze zwéngen, méi nach, d’Mënschheet als Ganzt sollt
sech entschléissen, fir déi Regierung mat aller Kraaft, iwwer déi se verfiigt, ze stierzen. Wann dëst gréissten
Heelmëttel op der Welt hire kranke Kierper géif applizéiert ginn, géing se sech ouni Zweifel vun hire Leiden
erhuelen afir ëmmer roueg a sécher bleiwen. “
Déi mächteg Versammlung hätt scho laang missen ofgehale ginn.
Mir appeléiere vu ganzem Häerz un d’Leader vun allen Natiounen, vun dësem gënschtegen Zäitpunkt ze
profitéieren an irreversibel Moossnamen ze ergräifen, fir dass dës Weltversammlung ofgeruff gëtt. All Kräfte vun
der Geschicht dreiwen d’Mënschheet zu dëser Handlung, déi fir ëmmer den Ufank vun hirer laang erwaarter
Maturitéit wäert markéieren.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 180 -
Wëlle sech net d’Vereenten Natiounen, mat der voller Ënnerstëtzung vun hire Memberen, hannert déi héich Ziler
vun esou engem kréinenden Ereegnes stellen?
Loosst Männer a Fraen, jonk Leit a Kanner iwwerall dësem onverzichtbaren Akt säin éiwege Verdéngscht fir all
Vëlker erkennen an hir Stëmm erhiewen, fir e bereetwëlleg ze stäipen. Loosst et eis Generatioun sinn, déi déi
glorräich Etapp an der Evolutioun vum gesellschaftleche Liewen op dësem Planéit inauguréiert.
IV. D’Quell vun eisem Optimismus ass eng Visioun, déi iwwer d’Bëennegung vum Krich an d’Schafe vun Agencë
fir international Zesummenaarbecht erausgeet. Permanente Fridden tëscht den Natiounen ass eng wesentlech Etapp,
mee net, wéi Bahâ'u'llâh feststellt, dat lescht Zil fir der Mënschheet hir sozial Entwécklung. Hannert engem éischte
Waffestëllstand, deen der Welt aus Angscht virun engem nuklearen Holocaust opgezwonge gëtt, hannert dem
politesche Fridden, op dee sech vu Mësstrauen a Konkurrenzdenken erfëllten Natioune widderwëlleg aloossen,
hannert de pragmateschen Accorden iwwer Sécherheet a Koexistenz, esouguer hannert de sëllegen Experimenter
zur Zesummenaarbecht, déi dës Schrëtt wäerte méiglech maachen, waart eréischt dat héchstent Zil: d’Vereenegung
vun alle Vëlker vun der Welt an enger universeller Famill. 1
248 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 12/13
Intro ...
Oneenegkeet ass eng Gefor, déi der Äerd hir Natiounen a Vëlker net nach méi laang kënnen erdroen; hir
Konsequenen sinn ze schrecklech, fir se a Betruecht ze zéien, an ze evident, fir eng Demonstratioun ze
brauchen. „D'Wuel vun der Mënschheet“ , huet Baha'u'llah viru méi wéi honnert Joer geschriwwen. „ hire Fridden
an hir Sécherheet sinn onerreechbar, wann an esou laang net hir Eeenheet fest begrënnt ass. D'Mënschheet jéimert
a vergeet bal vu Verlaangeren duerno, gëeent ze ginn an e Schlussstréch ënnert hir Jordausenden al Péng ze
zéien,,, mengt Schoghi Effendi a seet weider: <r D'Vereenegung vun der ganzer Mënschheet ass d'Kennzeeche vun
deem Stadium, o dee sech d'mënschlech Gesellschaft haut zoubewegt. D'Eenheet vun der Famill, vum Stamm, vum
Stadstat a vun der Natioun sinn noeneen ausprobéiert a vollstänneg verwierklecht ginn. Welteenheet ass dat Zil, no
deem eng gepéngegt Mënschheet strieft. Den Opbau vun Natiounen ass ofgeschloss. D'Anarchie, déi an der
Souveränitéit vun Nationalstate läit, ass elo bei hirem Héichpunkt. Eng Welt, déi maans gëtt, muss op dëse Fetisch
verzichten, d'Eenheet an d’Vollstännegkeet vun de mënschleche Bezéiungen erkennen an ee fir allemol deen
Organismus opriichten, deen dëse Grondprinzip vun hirem Liewen am beschte ka verkierperen. »
All aktuell Stréimunge vu Verännerung bekräftegen dës Vu. D'Beweiser fanne sech an deene vill schon emimmte
Beispiller vun de positiven Zeechen a momentanen intemationale Beweegungen an Entwécklungen, déi an
d'Richtung vum Weltffidde weisen. D'Arméi vu Männer a Fraen aus praktesch jiddwer Kultur, Rass an Natioun op
der Äerd, déi an de Vereenten Natiounen hire villen Zerwisser schaffen, stellen e planetaresche « service pulic »
duer, deem eng beandrockend Leeschtungen Zeie si fir de Grad un Zesummenaarbecht, deen esouguer ënnert
decouragante Konditioune méiglech ass. En Drang no Eenheet mécht sech wéi e geeschtegt Fréijoer an enger
Onmass vun intemationale Kongresser bemierkar, déi Leit aus enger breeder Palette vun Disziplinnen
zesummeféieren. Hie motivéiert d'Appeller no intemationale Projekter fir Kanner a Jugendlecher. Tatsächlech ass
hien déi wierklech Quell vun där bemierkenswäerter Beweegung op d'Ökumene hin, duerch déi Unhänger vun
traditionell opposéierte Reliounen a Sekten sech onwidderstéilech vuneneen ugezu fillen. Nieft der géigesätzlecher
Tendenz zu Krich a Selbstverherrlechung, géint déi e sech onermiddlech wiert, ass den Driff zur Welteenheet eng
vun den dominanten an iwwerall spierbare Charakteristike vum Liewen op dësem Planéit an deene leschte Jore vum
zwanzegste Jorhonnert.
249 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 13/13
D'Erfarung vun der Bahâ'i Communautéit kann als e Beispill fir ëmmer méi grouss Eenheet betmecht ginn. Si ass
eng Communautéit vun dräi bis véier Millioune Mënschen aus villen Natiounen, Kulturen, Klassen a
Glawensrichtungen, déi sech an engem grousse Spektmm vun Aktivitéiten am Déngscht vun de Vëlker hire
geeschtegen, sozialen a wirtschaftleche Bedierfnesser a ville Länner engagéieren. Si ass en eenzege sozialen
Organismus, representativ fir d'Diversitéit vun der Mënschefamill, si reegelt hir Aktivitéiten duerch e System vun
allgemeng unerkannte Berodungsprinzipien a si respektéiert ouni Ënnerscheed all grouss Awierkunge vu gëttlecher
Féiemng am Laf vun der Mënschheetsgeschicht. Hir Existenz ass nach e Beweis fir d'Realiséierbarkeet vun hirem
Begrënner senger Visioun vun enger gëeentener Welt, nach eng Bestätegung dofir, dass d'Mënschheet kann als eng
global Gesellschaft liewen an all Erausfuerdemnge meeschter ginn, déi hiren Iwwergank an d'Maturitéit mat sech
1 D’Versprieche vum Weltfridden, s.46
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 181 -
bréngt. Wann de Bahâ'i hir Erfarungen an iergend engem Mooss derzou bäidroe kënnen, fir d'Hoffnung op
d'Eenheet vum Mënschegeschlecht ze stäerken, wire mir glécklech, si als Studiemodell unzebidden.
Iwwerdeems mir déi gewalteg Bedeitung vun där Aufgab betruechten, déi an dësem Ablack d'ganz Welt
erausfuerdert, bécke mir demüteg de Kapp virun der imposanter Majestéit vu Gott, dem Schëpfer, deen aus Senger
onendlecher Léift eraus déi ganz Mënschheet aus deem selwechte Stamm erschaf, dem Mënsch seng wäertvoll
Wierklechkeet vereedelt, e mat Verstand a Wäisheet, Noblesse an Onstierflechkeet ausgezeechent an him déi
“eenzegaarteg Distinctioun a Fäegkeet geschenkt huet, Hien ze erkennen an Hie gär ze hunn ”, eng Fäegkeet, déi
“noutwennegerweis als de kreativen Impuls an d'Haaptzil vun der ganzer Schëpfung muss verstane ginn. ”
Mir stinn zu där fester Iwwerzegung, dass d'Mënschen all erschaf goufen, “fir eng Zivilisatioun ze ënnerstëtzen, déi
sech bestänneg weiderentwéckelt”; dass “et dem Mënsch senger net wierdeg ass, sech wéi d'Déieren um Feld ze
behuelen ”, dass d'Dugenden, déi der mënschlecher Dignitéit entspriechen, Loyautéit, Nosiicht, Barmhäerzegkeet,
Matleed a Guttheet vis-â-vis vun all Vollek sinn. Mir bekräftegen nach eng Kéier eis Sécherheet, dass
“d'Potentialer, déi an der mënschlecher Natur leien, dee ganzen Ausmooss vu senger irdescher Bestëmmung, déi
ugebueren Auszeechnung vu senger Wierklechkeet... sech op dësem virausgesoten Dag Gottes musse weisen. ” Dëst
ass d'Motivatioun fir eisen onzerstéierbare Glawen dorun, dass Eenheet a Fridden dat erreechbaart Zil sinn, op dat
d'Mënschheet zoustrieft.
Iwwerdeems mir dës Zeilen nidderschreiwen, héiert een de Bahâ'i hir erwaardungsvoll Stëmmen trotz de
Persecutiounen, deenen si am Urspronksland vun hirem Glawen nach ëmmer ausgesat sinn. Duerch hiert Beispill vu
standhafter Hoffnung si si Zeie fir d'Iwwerzeegung, dass déi nobäi Verwierklechung vun deem Jordausenden alen
Draam vu Fridden duerch déi gestaltend Wierkung vum Bahâ'u'llâh senger Offenbarung, an där d'Kraaft vu
gëttlecher Autoritéit läit, elo geschitt. Mir vermëttelen Iech also eng Visioun, déi net eleng aus Wierder besteet: mir
appeléieren un d'Kraaft vun Akte vu Glawen a vu Sacrifice, mir iwwermëttelen all eise reliéise Bridder a
Schwësteren hire besuergte Plädoyer fir Fridden an Eenheet. Mir schléissen eis all deenen un, déi d'Affer si vun
Aggressiounen, all deenen, déi nom Enn vu Konflikt a Sträit verlaangeren, all deenen, deenen hir Devotioun fir
d'Prinzipie vu Fridden a Weltuerdnung déi nobel Ziler fördert, fir déi d'Mënschheet vum Schëpfer a Senger
onbegrenzter Léift an d'Liewe geruff gouf.
An eisem oprichtege Verlaangen, fir d'Feier vun eiser Hoffnung an d'Déift vun eisem Vertraue mat Iech ze deelen,
zitéiere mir dem Bahâ'u'llâh säi formellt Verspriechen: “Dës Streidereien, déi keng Fruucht droen, dës Kricher, déi
alles ruinéieren, si wäerten ophalen an dee “Gréisste Fridde” wäert kommen. ”
D'Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet.
250 D’Fro nom Gléck
250t Sendung, 1 lten an 12te Februar 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer. Et freet mech besonnesch, iech haut eis
250t Sendung um Radio ARA ze presentéieren. Am Mee 2000 gouf déi éischt Emissioun vun de lëtzebuerger
Bahâ’i presentéiert.
D’Thema vun dëser Emissioun ass d’Gléck, le bonheur, happiness. Jidderee vun eis ka sech bestëmmt a sengem
Liewen un e Moment erënneren, wou hie sou richteg frou war, sou richteg glécklech. An am Fong wëllt jidderee
vun eis e glécklecht Liewe féieren, fir sech selwer, fir säi Partner, seng Kanner, seng Famill a vläicht och wëlle mer
dass d’Mënschheet als ganzt méi glécklech ass. Wéi kënne mir konkret méi Gléck an eisem Liewen hunn. Hei e
puer Gedanken dozou, déi ee bei enger Recherche iwwer d’Thema fanne kann.
An de Bahâ’i Schrëfte liese mir: « Le bonheur, la grandeur, le rang, leplaisir et lapaix d'un individu n'ontjamais
résidé dans sa propre richesse mais dans l'excellence de son caractère, sa ferme résolution, l'étendue de son savoir
et son aptitude ä résoudre des problèmes ardus. »
Eng aner Iddi fanne mir beim Albert Schweitzer. Hie seet: « Le succès n 'est pas la clé du bonheur. Le bonheur est la
clé du succès. Si vous aimez ce que vous faites, vous connaitrez le succès. Je ne sais pas ce que sera votre destinée,
mais ilv a une chose que je sais: les seuls parmi vous qui seront vraiment heureux sont ceux qui auront cherché et
trouvé comment servir. »
E Saz vum Albert Camus iwwer d’Gléck huet mech besonnesch beréiert: Quand il vous est arrivé de voir la lueur
du bonheur sur le visage d'une personne aimée, vous savez alors que la vocation de l'ëtre humain est d'éveiller cette
lumière sur les visages de ceux qui l'entourent.
An de grousse Psycholog Carl Jung sot dat hei : «IIy a autant de nuits que de jours, et tout aussi longues au cours
d’une année. Mëme une vie heureuse ne peutpas ne pas connaitre de moments sombres, et le mot « heureux »
perdrait son sens s'il n'était contrebalancépar la tristesse. »
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 182 -
En aneren Aspekt iwwer d’Gléck liese mer beim Gandhi : « Le bonheur c'est quand ce que vouspensez, ce que vous
dites et ce que vous faites est en harmonie. »
An hei e puer Gedanken aus de Bahâ’i Schrëften iwwer zwou Zorte vu Gléck: materiellt Gléck a geeschtegt Gléck.
« Sachez qu 'il existe deux sortes de bonheur, le spirituel et le matériel. Pour ce qui est du bonheur matériel on ne le
trouve vraiment jamais, mieux, il n'est qu'une illusion, une image réfléchie dans un miroir, un spectre, une ombre.
Considérez sa nature : c'est quelque chose quiparvient ä peine ä éloigner nos chagrins, et pourtant les gens
s'imaginent que c'est la joie, les délices, l'exultation et le plus grand des bienfaits. Tous les biens matériels, tels que
la nourriture, la boisson, etc... tendant seulement â soulager notre faim, notre soif notre fatigue... ils ne dispensent
ni plaisir â notre esprit, ni délices â notre âme, mais répondent uniquement â des besoins physiques. II s'ensuit que
cette sorte de bonheur n’apas d'existence réelle.
Quant au bonheur spirituel, c'est la base véritable de la vie de l'homme, car cette vie estfaitepour le bonheur et
non pour la peine, pour le plaisir et non pour la tristesse.
Le bonheur, c'est la vie; la souffrance, la mort. Le bonheur spirituel est la vie éternelle, c'est une lumière qui n'est
pas suivie de l'obscurité, c'est un honneur auquel ne succèdepas la honte, c'est une vie que la mort ne remplace
pas. La voici, Texistence qui n'estpas suivie du néant. Cette suprëme bénédiction, ce donprécieux, l'homme ne
l'obtient que par la Direction de Dieu.
Ce bonheur est la source essentielle d'oü l'hommefut crèé, d'oü les mondes furent tirés, d'oü les ètres contingents
requrent l'existence et d'oü le monde de Dieu apparut comme apparaissent les ravons du soleil au milieu du jour.
Ce bonheur n'est rien d'autre que l'amour de Dieu; si ce n'étaitpour cela, le monde de l'existence n’auraitpas été
créé. ...
L’amour est le seul moven d'obtenir le véritable bonheur dans ce monde et dans l'autre, il est la lumière qui guide
dans les ténèbres, c'est le trait d'union vivant, entre Dieu et l'homme qui assure leprogrès de toute âme éclairée.
L'amour de Dieuprocure un bonheur sansfin, car ce sont lâ des joiespures et non des satisfactions. »
251 En Owend zu Éiere vum Martin Luther King
251t Sendung, 18ten an 19te Februar 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer, dëse Weekend invitéieren de CLAE, de
Comité de Liaison et d’Action des Etrangers, den ENAR, dat ass den europäesche Reseau géint de Rassissmuss an
d’Bahâ’i vu Lëtzebuerg op en Owend zu Eiere vum Martin Luther King a fir e bessert Verständnes an eise ville
Kulturen hei zu Lëtzebuerg. Am Programm fannt dir fir d’éischt e méi rouegen Deel mat enger Auswiel vun Texter
iwwer Bridderlechkeet an Eenheet. Et ass Musek um Programm, ënnert aneren och eng Djembégrupp, geféiert vum
Ali Dede. Et ginn Ausschnëtter vum Liewe vum Martin Luther King gewisen an erzielt. Natierlech ass den Owend
geduecht fir kënnen aner Kulture kennenzeléieren an eppes zesummen ze drénken.
Apostel vun der Gewaltlosegkeet, gouf de Martin Luther King Jr. genannt. Hien ass 1929 op d’Welt komm. Hie war
amerikanesche Paschtouer, hie krut de Friddensnobelpräis 1964. Hie war ee vun de gréisste Leadere vun der
BiergerrechterBeweegung an Amerika. Mat 39 Joer, de 4ten Abrëll 1968 gouf hien zu Memphis am Tennessee
ëmbruecht. An de Vereenegte Staate gëtt et am drëtte Méindeg am Januar fir hien en nationale Feierdag. Bei enger
Ëmfro an Däitschland virun e puer Joer hunn 58% vun de befroten Däitsche de Martin Luther King als Virbild
genannt. Just den Albert Schweitzer louch bei dëser Ëmfro knapp virum King. Dës an e ganze Koup aner
Informatioune fannt dir op enger flotter däitscher Internetsäit, dem Martin Luther King Zentrum zu Werdau.
Aus enger Bahâ’i Siicht ass et wesentlech, Weeër ze fanne fir mat aneren iwwer wichteg Punkte vum Fridden ze
schwätzen. Ee Wee fir sou Diskussioune relevant a wäertvoll ze gestalten ass ebe just, d’Liewe vu Leit
unzeerkennen, déi hiert Liewe ginn hunn, fir friddlech Weeër ze fannen, fir besser zesummen ze liewen. De Martin
Luther King war eng sou eng Persoun. Säin Asaz fir gewaltlos Mëttelen ze fannen fir Rassegläichheet ze
encouragéieren, huet hie mam Liewe bezuelt. Seng Beméiunge fir eng Gesellschaft wou d’Rassen an Harmonie
kënnen zesumme liewe si vläicht am beschten ausgedréckt a senger berüümter Ried, 1963, an der amerikanescher
Haaptstad, viru méi wéi 250 000 Leit. „ I have a dream. “
Elo e puer Gedanken zum Thema: De King seet: „Mäin Dram: Enges Dags léieren d’Kanner Wierder, déi se net
wäerte verstoen. D ’Kanner aus Indien froen: Wat heescht dat: Honger?D ’Kanner aus Alabama froen: Wat ass dat
rassistesch Segregatioun?D ’Kanner vun Hiroshima wonnere sech: Wat ass dat: d’Atombomm?D ’Kannerfroen.
Wat ass dat: de Krich?Du äntwers hinnen, du sees hinnen: Dat si Wierder déi mir net méi benotzen, wéi dat Wuert:
Sklaverei.... Dës Wierder bedeiten näischt méi. An dofir hu mir se aus dem Dictionaire ewechgeholl. “
An de Bahâ’i Schrëfte liese mir: „Wësst dir netfirwat mir iech alleguer aus deem selwechte Stëbs erschafhunn? Et
assfir dass kee sech soll iwwer deen aneren erhiewen. Denkt ëmmer doriwwer no, iwwer d’Aart a Weis wéi dir
erschaf gouft. Well Mir hunn iech alleguer aus der selwechter Substanz erschaf, an et ass et un iech, wéi eng eenzeg
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 183 -
Séil ze sinn, mam selwechte Schrëtt ze goen, aus engem Mond ze iessen an op der selwechter Äerd ze wunnen, fir
dass am Wiese vun iech selwer, duerch dat wat der maacht an duerch är Wierker, dir kënnt d’Zeeche vun der
Eenheet an d’Essenz vun der Lassléisung bezeien. Dat ass de Rot deen ech iech ginn, ... ” 1
252 Geschicht: d’Ae vun der Séil
252st Sendung, 25ten a 26te Februar 2005. Wëllkomm bei eiser 252ster Emissioun um Radio Ara.
Haut mat enger Geschicht am Spidol. Zwee Männer, allen zwee schwéier krank, leien zesummen an engem Zëmmer
am Spidol. Ee vun hinnen muss dee ganzen Dag um Réck an am Bett leien. Deen anere ka sech eng Stonn am Dag
op d’Bett sëtze fir seng Longen ze botzen.
Déi zwee Kranker am Zëmmer schwätze stonnelaang mateneen, iwwer hir Fraen an hir Familjen. Si schwätzen
iwwer hiert Haus an hir Aarbecht an do wou si iwwerall an d’Vakanz waren. An all Mëtteg, wann de Mann a
sengem Bett bei der Fënster sech eng Stonn sëtze kann, verbréngt hien seng Zäit domat sengem Frënd alles ze
beschreiwe wat hien dobausse gesäit.
De Mann, deen de ganzen Dag am Bett muss leie bleiwen, freet sech op déi Stonn wou säi Frënd him erzielt, wat
hien alles dobausse gesäit. An dëser Stonn ass et wéi wa fir hien eng Welt opgeet. Hie lieft praktesch fir dës
Momenter wou säi Zëmmerkomerod him eng Welt beschreift. Vum Zëmmer gesäit een e Park mat engem schéine
Séi, mat Inten a Schwanen déi um Waasser spillen. Kanner déi hir Schëffelcher um Waasser fuereloossen, eng
Koppel déi Hand an Hand laanscht de Séi spadséiert a sech op eng Bänk setzt, a méi wäit ewech déi grouss Stad.
Wärend de Mann bei der Fënster all dës Detailer beschreift, läit de Mann op där anerer Säit vum Zëmmer am Bett.
Hien huet seng Aen zou a stellt sech dës iddilesch Landschaft fir. Een Nomëtteg beschreift de Mann bei der Fënster
eng Museksparade déi laanscht geet. Obschonn deen anere Mann d’Musek net héiere kann, kann hie se mat den Ae
vu senger Imaginatioun gesinn, well säi Frënd sech esou Méi gëtt, alles am Detail ze erzielen.
Deeg a Woche gi laanscht. Enges Moies fënnt d’Infirmière de Mann am Bett bei der Fënster a gesäit dass hien net
méi otemt. Hien ass an der Nuecht friddlech am Schlof gestuerwen.
Kuerz Zäit drop, freet den anere Mann, ob hie kann d’Plaz bei der Fënster kréien. D’Infirmière ass frou fir him eng
Freed ze maachen a verséchert sech dass alles an der Rei ass. De Mann am Bett probéiert dann, lues a lues, mat vill
Schwieregkeeten, sech ze setze fir kënne fir d’éischte Kéier aus der Fënster ze kucken. Endlech kann hien och alles
dat gesinn wat säi Frënd him sou oft beschriwwen hat.
Hie streckt sech mat vill Méi a kuckt aus der Fënster. Mee alles wat hie gesäit ass eng Mauer. Et ass soss näischt do.
Hie kann et einfach net gleewen a rifft ongedëlleg d’Infirmière. « Wou ass de Park mat dem Séi an den Inten an de
Beem an de Blummen, vun deem mäin Zëmmerkolleg mir all Dag erzielt huet ? » D’Infirmière ass e bësse
verwonnert a seet zu him : « Âre Kolleg konnt guer näischt gesinn. Hie war blann. Vläicht wollt hien iech e bësse
Mut maachen ! »
Aner glécklech maachen ass en immenst Gléck, och wa mir selwer Schwieregkeeten hunn. Gedeeltent Leed ass
nëmmen halleft Leed. Gléck dogéint, wann een et deelt, ass duebel Freed.
Wann Dir iech wëllt räich spieren, braucht Dir nëmmen all déi Saachen opzezielen déi Dir hutt, déi Dir awer net
kënnt kafen. Haut ass e Cadeau, dofir heescht et jo och de Présent an dofir lieft voll a mat all der Léift déi Dir hutt !
Souwäit fir haut dës kleng Geschicht iwwer d’Ermuddegung an d’Encouragement. Ofschléissend nach dës
orientalesch Wäisheet iwwer d’Schicksal:
Vum Schicksal:
Pass op deng Gedanken op, well si ginn deng Wierder.
Pass op deng Wierder op, well si ginn deng Handlungen.
Pass op dat op wat s de méchs, well dat ginn deng Gewunnechten,
Pass op deng Gewunnechten op, well si ginn däi Charakter.
Pass op däi Charakter op, well däi Charakter gëtt däi Schiksal. 43
253 Wat ass d’Liewen?
Sendung 253, 4ten a 5te Mäerz 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer, Ech begréissen iech häerzlech bei eiser
253ster Bahâ’i Emissioun. Dëse Mount faaschten d’Bahâ’i uechter d’Welt, vu moies bis owes, dat heescht näischt
iessen an näischt drénken. Et heescht awer och sech ze besënnen an iwwer säi Liewen nozedenken. Et ass
1 Bahâ'u'llâh, Verbuerge Wierder
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 184 -
interessant ze wëssen dass d’Begrënner vun alle grousse Relioune gefaascht hunn, wann och aus verschiddenen
Ursaachen. Wann ee faascht gëtt ee sech bewosst wéi ofhängeg een dach vu materielle Saachen hei op der Welt ass.
Natierlech ass d’Faaschten, genee sou wéi d’Gebiet eppes ganz perséinleches an et ass een nëmme sengem Schëpfer
géintiwwer verantwortlech. Mir liesen an de Baha’i Schrëften dass « Faaschten an dFlichtgebieder wéi zwee
Flilleke fir d’Liewe vum Mënsch sinn. Séileg, deen, dee sech mat hirer Hëllef an den Himmel vun der Léift vum
Herrgott, den Här vun alle Welten erhieft. » 44
An elo eng léif Geschicht iwwer d’Liewen : Wat ass d’Liewen ?
Et ass e wonnerschéine Summerdag. Et ass Mëtteg an am Bësch ass et roueg. D’Villercher stiechen hir Käpp ënnert
d’Flilleken. Alles schléift. Op eemol weist de Buchfmk säi Käppchen a ffeet : « Wat ass eigentlech d’Liewen ? » All
déi aner Déieren hunn dës schwéier Fro héieren. D’Rous mécht hir Knosp op mécht lues e Blat no deem aneren
eraus a seet : « D 'Liewen ass eng Entwécklung. » De Päiperléck ass net esou déifsënneg veranlaagt. Lëschteg flitt
hie vun enger Blumm op déi aner, naschelt e bëssen hei an e bëssen do a seet: « D ’Liewen ass voller Freed a
Sonnestralen. » Ënnen um Buedem schleeft sech eng Seegemoss mat engem Stréihallem, zéngmol wéi laang wéi si
selwer a seet : « D ’Liewen ass soss näischt wéi eng Plo a vill Aarbecht. » E bëssen an der Hetz kënnt eng Bei. Si
war grad bei enger Blumm mat Hunneg a mengt: « D ’Liewen ass e stännege Wiessel tëschent Aarbecht a
Pleséier. » Wou esou gescheit geschwat gëtt, streckt de Maulwurf säi Kapp aus der Äerd a seet; « D ’Liewen ass e
Kampf an der Däischtert. »
Mat all dëse verschiddene Meenungen kënnt et bal zum Sträit. Awer do fänkt et un, lues a liicht ze reenen. An de
Reen seet: « D 'Liewe besteet nëmmen aus Tréinen, soss näischt wéi Tréinen. » Wéi de Reen du bei d’Mier kënnt,
maachen d’Wellen e grousse Kaméidi wéi si sech mat aller Gewalt géint Fielse geheien a si soen : « D ’Liewen ass
ëmmer ërem d’Striewen ouni Erfolleg no der Fräiheet. » Héich iwwer de Wellen zitt majestätesch en Adler seng
Kreeser an hie seet: « D 'Liewen, d’Liewen ass e Striewen no uewen ! » Ënnen op der Äerd steet eng Weed, déi de
Stuerm schonn zur Säit gedréckt huet. Si seet: « D 'Liewe besteet doranner sech enger méi héijerer Muecht ze
bécken. »
Du kënnt d’Nuecht. Mat engem rouege Flug flitt den Uhu duerch d’Äschter vum Bësch a seet: « D 'Liewe bedeit
d’Geleeënheet ze notzen, wann anerer schlofen. » Zu gudder Lescht gëtt et elo ganz roueg. De Bësch ass roueg,
d’Wiss ass roueg an d’Stad schléift. Du geet e jonke Mann duerch eidel Stroossen heem. E kënnt virun e Feier a
seet : « D 'Liewen ass déi éiweg Sich nom Gléck an eng Kette vun Enttäuschungen. » Op eemol steet déi rout
Moiessonn an hirer voller Pracht do a seet: « Sou wéi ech, d ’Moiessonn, den Ufank vun engem neien Dag sinn, sou
ass d’Liewen den Ufank vun der Eiwegkeet. »
En interessante Text aus de Baha’i Schrëften wat d’Zil vum Liewe sollt sinn : ,, Das Leben mancher Menschen
befaßt sich lediglich mit den Dingen dieser Welt. Ihr Sinn bewegt sich derart in äußeren Sitten und überkommenen
Neigungen, dass sie fiir alle anderen Daseinsbereiche und die geistigen Bedeutungen der Dinge blind sind. Ihre
Gedanken und Träume gelten irdischem Ruhm und materiellem Fortschritt. Sinnesfreuden und Behaglichkeit
begrenzen ihren Blick. Ihr höchster Ehrgeiz kreist um weltlich gegebene und geartete Erfolge. Sie halten ihre
niederen Neigungen nicht im Zaume, essen, trinken und schlafen. Gleich dem Tier beschränken sich ihre Gedanken
auf das eigene körperliche Wohlergehen. Sicher miissen diese Bedihfnisse befriedigt werden, Das Leben ist eine
Last, die wir tragen miissen, solange wir auf Erden sind, doch sollten wir den Sorgen um die niederen Lebensdinge
nicht gestatten, dass sie allein iiber das menschliche Dichten und Trachten herrschen. Des Herzens Streben sollte
sich zu einem herrlicheren Zil erheben, die geistige Regsamkeit auf eine höhere Ebene steigen. Die Menschen
sollten in ihrer Seele das Abbild himmlischer Vollkommenheit tragen und dort den unerschöpflichen Segnungen des
göttlichen Geistes einen Ort bereiten.
Setzt euren Ehrgeiz auf die Vollendung einer himmlischen Zivilisation aufErden! Ich bittefiir euch um den
höchsten Segen, damit euch die Lebenskraft des himmlischen Geistes so erfiille, dass ihrfiir die Welt zur Ursache
des Lebens werdet. “ 1
254 Naw-Ruz an d’Faaschtenzäit
Sendung 254, lOten an 1 lte Mäerz 2005. An zwou Wochen, den 21ste Mäerz ass Naw-Ruz, d’Bahâ’i Neit Joer. Fir
eng sechs Millioune Bahâ’i uechter d’Welt gëtt deen Dag den Ufank vum neie Joer gefeiert. Et ass zu gläicher Zäit
de Schluss vun der Faaschtenzäit an dat aalt Joer hält op. Astronomesch ass Naw-Ruz deen Dag, wou den Dag
genee soul laang ass wéi d’Nuecht. Den éischten Dag vum Fréijoer. ’Abdu'l-Bahâ seet dass Naw-Ruz en hellegen
Dag ass, e Symbol fir d’Manifestatioun vu Gott. Et ass deen Dag, wou d’Sonn vun der Wourecht um Horizont
gëttlecher Gnod erschéngt an en neit Fréijoer bréngt. Alles wat erschaf ass kënnt a Beweegung an erwächt zu engem
1 Abdu'l-Baha, Ansprachen in Paris
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 185 -
neie Liewen. Dofir ass et och d’Symbol vum Liewen. Wéi déi natierlech Sonn d’Grondlag vum Liewen op der Äerd
ass, sou erfëllt d’Sonn vun der Wourecht d’Mënschheet mat éiwegem Liewen. 1 2
1912, an enger Usprooch beim Naw-Ruz Fest zu Alexandria an Egypten sot ’Abdu'l-Bahâ: „An all Zyklus a mat all
Offenbarung gëtt et an de gehellegte Gesetzer vu Gott geseente Fester, Feierdeeg an aarbechtsfräi Deeg. A sou
Deeg sollt een all Zort vu Beschäftegung, Handel, Industrie, Ackerbau, Landbau an dësgläichen ënnerloossen.
Alleguer sollte sech matenee freeën, allgemeng Versammlungen oß'ialen, wéi eng Gemeng ginnn, fir dass jiddereen
déi national Eenheet, Eenegkeet an Harmonie ka gesinn.
Well dës Deeg geseent sinn, sollte si net vernoléissegt ginn ... andeem ee sech einfach nëmmen ameséiert. Wärend
dësen Deeg sollten Institutioune geschaf ginn, déi de Mënschen en dauerhafte Segen a Wäert bréngen... Ouni
Zweiwel muss een an dësen Deeg mënschefrëndlech oder ideal Spure vun de Frënn vum Herrgott bestoebleiwen;
(Spuren), déi an d’ganz Mënschheet erausginn. ...
De leschte Mount am Bahâ’i Kalenner heescht Erhuewenheet. Bahâ'u'llâh huet dee leschte Mount vu nonzéng Deeg
als Faaschtenzäit bezeechent. Et ass da wann Erwuesse Bahâ’i vu Sonnenopgaang bis Sonnenënnergaang näischt
iessen. Faaschten ass eppes wat een och an aner grousse Relioune fënnt, an de Bahâ’i Glawe gesäit e grousse Wäert
am Faaschten, an dat als eng Disziplin fir d’Séil. Et ass eng Zäit vu geeschteger Virbereedung an Erneiereung fir
d’Aktivitéite vum neie Joer. Faaschten ass de Bahâ’i Schrëften no eng Flicht fir all Bahâ’i. Awer Fraen déi
schwanger sinn oder déi nieren, eeler Leit, krank Leit, Leit déi reesen, Leit déi kierperlech schwéier schaffen a
Kanner ënner fofzéng Joer, brauchen net ze faaschten. 3
Et liest een och an de Bahâ’i Schrëften dass d’Faaschte ganz gutt ass net nëmme fir de Geescht mee och fir de
Kierper an dass Bahâ'u'llâh sécher net eppes géif virschreiwe wat der Gesondheet schuede géing. 4
Dëst Joer fällt Naw-Ruz, d’Bahâ’i neit Joer op de Méindeg, 21ste Mäerz. Zu Lëtzebuerg ass eng Feier op
nationalem Plang, Samschdes owes, den 20te Mäerz, zu Péiteng am Haus vun der Kultur A Rousen op der
Maarktplaz. De Programm fänkt owes um 6 Auer un, mat engem meditativen Deel mat Musek a Gebieder. Duerno
gëtt et ze iesse mat engem musekaleschen Deel wou gedanzt gëtt.
255 D’Fréijoer
Sendung 255, 18ten an 19te Mäerz 2005. D’Fréijoer fänkt den 21te Mäerz un. Deen Dag wou d’Nuecht sou laang
oder sou kuerz ass wéi den Dag. D’Fréijoer ass eng interessant Zäit, souwuel an eiser materieller Welt wéi och an
der geeschteger Welt. D’Bild vum Fréijor fënnt een a ville Passagen an de Bahâ'i Schrëften. Hei eng kleng
Selektioun:
« D Bedeitung vum éiwege Liewen ass d’Geschenk vum hellege Geescht, sou wéi d ’Blumm d’Geschenk vun der
Joreszäit, der Loft an der Fréijorsloft kritt. Beuecht gutt, dass dës Blumm ursprénglech e Liewe wéi d’Mineral hat;
awer duerch d’Komme vum Fréijor, duerch d’Geschenker vun de Fréijorswolléken an der Wäermt vun der
stralender Sonn ass si zu engem anere Liewe komm, engem Liewe vu gréisster Frëschheet a Feinheet an héchstem
Geroch. Dat éischt Liewe vun der Blumm ass am Verglach zu hirem zweete Liewen den Doud. Dat bedeit dass
d’Liewe vun Kinnekräich d’Liewe vum Geescht ass, dat heescht éiwegt Liewen, an dass etfräi ass vum Raum, sou
wéi de mënschleche Geescht, dee keng Plaz huet. Well wann een de mënschleche Kierper ënnersicht, fënnt ee keng
besonnesch Plaz fir de Geescht, well et ni esou eng gouf; en ass onkierperlech. Seng Verbindung mam Kierper ass
wéi déi vun der Sonn mat dësem Spigel. D ’Sonn ass net de Spigel, awer si steet a Verbindung mat him. » 5
Am Buch Beäntwert Froen schreift 'Abdu'l-Bahâ iwwer déi fennëf Stufe vum Geescht. Do ass déi vun der Planz,
déi vum Déier, déi vum Mënsch, déi vum Glawen, an déi vum hellege Geescht. „Hien ass de Vermëttler tëschent
Gott a Senge Geschöpfen. Hie gläicht dem Spigel, deen der Sonn zougedréint ass. Wéi dee renge Spigel Liicht vun
der Sonn kritt an dëse Segen anere weidergëtt, so ass den Hellege Geescht de Vermëttler vum hellege Liicht vun der
Sonn vun der Wourecht, dat hien de gehellegte Wiesen (also de Gottesoffenbarer, de Reliounsstëfter) weiderreecht.
Hien ass mat alle gëttleche Vollkommenheete gerëscht. All Kéier wann Hien erschéngt, gëtt d’Welt ernéiert an en
neien Zyklus gëtt gegrënnt. De Kierper vun der mënschlecher Welt deet en neit Kleed un. Et kann een e mam
Fréijor vergläichen; all Kéier wann et (d’Fréijor) kënnt, geet d’Welt vun engem Zoustandzum aneren iwwer. Wann
d’Fréijorszäit kënnt, gëtt déi donkelÂerd, ginn d’Felder an d’Steppe gréng a si bléien, an all Zorte vu Blummen a
séissrichend Kreider wuessen; d’Beem kréien en neit Liewen an nei Friichten kommen an en neien Zyklus gëtt
1 Verse Gottes, Bahâ Y Verlag, S441
2 ’Abdu'l-Bahâ,Verse Gottes, Bahâ’i Verlag, S440
3 The Bahâ Y Faith, The Emerging Global Religion, W. Hatcher, JD Martin, Bahâ Y Publishing, S. 160-1
4 From a letter written on behalf of the Guardian to an indivdual believer, May 21, 1946
5 EWIGESLEBEN UND EINGEHENINS GOTTESREICH, ’Abdu'l-Bahâ, Beantwortete Fragen
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 186 -
gegrënnt. Sou ass (och) d’Erschénge vum Hellege Geescht. Wann ëmmer Hien erschéngt, gëtt Hien de mënschleche
Realitéiten en neie Geescht: Hien erneiert d’Welt vun der Existenz an e luewenswäert Kleed, verdreift d’Däischtert
vun der Onwëssenheet an deed d’Liicht vun de Vollkommenheete schéngen. Duerch dës Kraaft huet Christus säin
Zäitalter nei gestallt; mat ganz neiem Liewen a gréisster Frëschheet huet dat himmlescht Fréijor säin Zelt an der
mënschlecher Welt opgeriicht, ...
Genee sou huet d’Erschénge vu Bahâ'u'llâh engem neie Fréijor geglach,... Duerch d’Kraaft vum Hellege Geescht
huet Hien d’Séile belieft an en neit Zäitalter gegrënnt.
Den héchste Bahâ’i Gremium schreift dass „ déi rieseg Kräften déi an der déifster Wierklechkeet “ vum Bahâ’i
Glawe „verbuerge leien, all Dag en neien Afloss op d’ganz Welt ausüben an dass si mat ëmmer méi enger grousser
Stäerkt liichten. ... Duerch d’Beméiunge vu sengen Unhänger, fänken d’Léiere vum Glawern un, an der Welt ...
Fouss ze faassen. ... Si weisen ëmmer méi d’Muecht, d’Problemer déi virun der Mënschheet leien, ze léisen. “ Si
fuere weider a vergläichen de Bahâ’i Glawe mat engem Bam, „dee fest am Buede verwuerzelt ass, an deem seng
Âscht a Sprassen zum Himmel zou wuessen. All dat ass méiglech duerch d’Wiesselwierkung an
d’Zesummenaarbecht vun zwou mächtege ...Kräften, déi am Eeklang mam Gottes Wëlle gläichzäiteg wierken. Si
erméiglechen dem ... Bam ze wuessen ... fir dass en zur festgeluechten Zäit der Mënschheet seng erliese Friichten
ubidde kann. Eng vun de ... Kräfte vun dësem geeschtege Fréijor ass vun der Natur hir stiermesch an opwullend, si
veruersaacht Blëtz an Donner, vill Wand, stiermesche Reen a räissend Fluten. Dat awer mécht d’Uebstgäert an
d’Felder gréng a fruuchtbar. Déi aner Kraaft ass déi am ... Som verbuergen ... Fäegkeet vum Wuesstum. ...
D ’Noutwendegkeet déi d’Sot wuesse léisst. D ’Strale vun der Sonn vun der Wourecht an d’Drëpse vun der Wollék
vun der Gnod hëilefen him ze wuessen an e kräftegen a fruuchtdroende Bam ze ginn. ... Den aiigemenge gëttleche
Plang, deen d’Mënschheet zur geeschteger Räifféiert, ass net an eiser Hand, ... a seng Verwierklechung hänkt vum
Wëlle Gottes of. “ 1 2
256 Buchvirstellung: La foi bahä’fe, L’émergence d’une religion mondiale
The Bahâ ’iFaith, The emerging giobal reiigion. Sendung 256, 25ten an 26te Mäerz 2005. Léif Radio Ara
Nolauschterer. Wëllkomm bei eiser 256ster Bahâ’i Emissioun hei um Radio Ara, direkt beim Palais an der Stad.
Haut wëll ech Iech déi nei Editioun vun engem Buch virstellen: De Bahâ ’i Giawen. Eng Weltrelioun déi sech lues a
lues weist. The Bahâ ’t Faith, The emerging global religion, Lafoi bahâ ’ie, L ’émergence d’une religion mondiale.
Et ass eng Aféierung an de Bahâ’i Glawen mat bal 250 Säiten, an d’Geschicht, d’Léieren, d’administrativ Struktur
an d’Gemengeliwe vum Bahâ’i Glawen, déi jénkst an eng vun deene onofhängeg Weltreliounen, déi am séierste
wiisst. D’Auteure sinn de William Hatcher, Mathematiksprofesser, Philosof an Erzéier op der Uni zu Quebec a
Kanada, an den Douglas Martin, dee seng Studien a Business Administration a Geschicht gemaach huet, an dee
laang Zäit Generaldirekter vun der intemationaler Bahâ’i Gemeng war.
D’Buch weist de Wuesstum vum Glawen, ugefaangen an engem donklen Iran vum 19te Jorhonnert bis den haitegen
Dag. De Glawen huet sech quasi iwwerall op der Welt verspreet, huet administrativ Institutiounen an 235 Natiounen
an Territorien, an ëmfaasst Gleeweger vu praktesch all kulturellem, sozialem a reliéisem Hannergrond. D’Auteure
weisen, das dësen neie Glawen eng eegestänneg Relioun ass, déi sech ausschliesslech op d’Léiere vun hirem
Begrënner baséiert, Bahâ'u'llâh.
D’Auteure insistéieren op dat wesentlecht Konzept vum Bahâ’i Glawen - d’Eenheet vun der Mënschheet - an op
eng Weltuerdnung, déi sech lues a lues weist. Si ënnersichen déi grouss Palette vu Bahâ’i Léieren, sou wéi
d’Eenheet an de fortschrëttleche Charakter vun der Relioun, d’Eenheet vu Wëssenschaft a Relioun, d’Gläichheet vu
Mann a Frau, wirtschaftlech Gerechtegkeet, dat geeschtegt Fundament vum Liewen, Konzepter vun Offenbarung,
Administratioun a Gesetzer, Institutioune vum Bahâ’i Glawen an d’Disziplinne vum deegleche Liewen.
Dëst Buch weist dem Lieser och wéi d’Studium vun den Originnen an de Wuesstum vum Bahâ’i Glawen dem
Student dee komparativ Relioune studéiert, e wäertvollt Mëttel gëtt, fir ze verstoen, wéi eng Relioun entsteet, sech
entwéckelt a sech etabléiert. De Bahâ’i Glawen ass eng Relioun vun der Neizäit a si weisen dass dëse Glawen
natierlech méi zougänglech ass fir ze studéieren an ze verstoen wéi méi al Reliounen. Si leeë Wäert drop, dass de
Bahâ’i Glawen en fait sou eng Etude encouragéiert, well jo eng vun de Léiere vun hirem Begrënner, Bahâ'u'llâh
seet, dass de gréisste Cadeau dee Gott de Mënsche gemaach huet, hire Verstand ass.
D’Auteure kucken e bësse méi genee d’Herausfuerderungen déi den drametesche Wuesstum vun dëser jonker
Relioun matsechbréngen. Si ënnersichen d’Verfollegunge vun den iranesche Bahâ’i, am Kontext vun de Bahâ’i an
1 DIE FÜNF STUFENDES GEISTES, Abdu'l-Bahâ, Beantwortete Fragen
2 DAS UNIVERSALEHAUSDER GERECHTIGKEIT, Bahâ'i-Weltzentrum, Bahâ 154 B. E, (Briefe des UHG, 1997Mar 21)
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 187 -
der muslemescher Shiite Geschicht. D’Auteure weisen drop hin, wéi de Bahâ’i Glawen e Sujet ass, deen déi déifst
Iwwerzeegunge vu ëm déi fënnef Millioune Leit ausmécht, Iwwerzeegungen, déi déi wichtegst Entscheedungen am
mënschleche Liewen ausmaachen, a fir déi dausende vu Bahâ’i Verfollegung an Doud akzeptéiert hunn an haut
nach akezptéieren. Souwäit zu dëser neier Editioun vum Buch: La foi bahâ ’ie, L ’émergence d’une religion
mondiale — The Bahâ ’i Faith, The emerging global religion.
Dir fannt eng Onmass vu Bicher elo och am däitsche Bahâ’i Verlag, ënnert www.bahai.de
257 Naturkatastrofen als Appell fir ze erwächen
Sendung 257, lten an 2ten Abrëll 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer, déi grouss Verwüstung an Zerstéierung,
veruersaacht viru kuerzem bei den Äerdbiewen an den Tsunamien am indeschen Ozean, hu vill vun eis zum
Iwwerleeë bruecht. Sou muncher ee freet sech: Gi mir sou mat eisem Planéit ëm wéi mir eigentlech sollen? Hei e
puer Gedanken zu dëser Fro vun engem Bahâ’i aus Indien, Vizepresident vum Nationale Rot an Indien. Säin Artikel
fannt dir och um Intemet op englesch ënnert Times oflndia mam Titel: The speaking tree: Natural Calamity ass
Wake-up-Call.
Uechter d’Welt beméie sech Regiemngen, Leit an Organisatioune fir deene Betraffenen Erliichtemng an Hëllef ze
bréngen. Traditiounsgeméis goufen extra Gebieder a ville Commuautéiten gemaach, fir d’Natur praktesch ze
berouegen, speziell an deene Regiounen, déi dacks Erdbiewen an Iwwerschwemmungen hunn. Naturkatastrofen
goufen ëmmer als e Wierk vu Gott gesinn, dee vläicht eng kosmesch Roserei oder eng Onzefriddenheet ausdréckt.
Haut ass dat anescht. D’Vemonft gëtt vimn de Glawe gestallt a mir siche léiwer no logeschen Explikatiounen déi op
enger wëssenschaftlecher Recherche baséieren. Trotzdeem schued et awer net fir sech e bëssen Zäit ze huele fir
doriwwer nozedenken, wéi eng Relatioun mir mat eiser Ëmwelt hunn.
D’Bahâ’i Gemeng gesäit d’Natur als en eenheetlecht System. An deem System sinn all Liewewiesen matenee
verbonnen, sief dat d’Planzen, d’Déieren oder d’Mikroben. Zesummenaarbecht a Reziprozitéit ginn als wesentlech
Attributer vun der Koexistenz an der Natur ugesinn. Changement ass natierlech a kontinuéierlech an all Liewen.
Awer turbulent a mächteg Changementer, veruersaacht duerch eis eege Gurmangzegkeet, eist oniwwerluecht
Verhalen, an eise brutale Konsumverbrauch ginn der Natur keng Zäit sech ze adaptéieren, sech unzepassen.
D’Bahâ’i Schrëften illustréieren d’Konzept dass alles an der Natur matenee verbonnen ass. „...Déi onendlech
Phenomeener vun der Kreatioun si genee sou ofhängeg, genee sou an enger Wiesselbezéiung wéi
d’Verbindungsstécker vun enger Ketten. Wa verschidde Stécker raschteg ginn, briechen si, an dat duerch Kräften,
déi mir net gesinn. Dës Verbindungsstécker ginn duerch nei a besser Stécker ersat. Sou ginn et verschidde kolossal,
rieseg Evenementer déi an eiser Welt virkommen. Si si vun Zäit zu Zäit noutwenneg.
Et ass seelen dass mir Zäit fannen oder dass mir eis dofir interesséieren, wäertvoll Lektiounen aus esou Katastrofen
ze léieren. Wa mir eis nëmme heiansdo kënnten domnner erënneren, dass eist Liewen hei op der Äerd ze
vergläichen ass mat enger Well am Mier, déi amgaang ass, ze schwëllen a méi grouss ze ginn. D’Liewen ass net
anescht wéi eng Abildung, eng Illusioun, eng Fata Morgana. Wa mir eis dees bewosst sinn, dréine mir eis vläicht e
bësse méi dacks eisem Schëpfer zou, fir Hien ëm Schutz ze froen. „Ass et net am Gedenke un deen, deen eis erschaf
huet, dass eis Häerzer a Sécherheet sinn? “
Gott huet dem Mënsch Intelligenz ginn, fir op seng eegen Aart opzepassen. Krise sollten eis net an e Vakuum
geheien. Vill méi sollte si eis dozou féieren ze erwächen. Et soll eise Wake-up call sinn. D’Krise sollten eis ureegen
ze handelen, ze agéieren. Well grouss Changementer musse gemaach ginn. An enger Welt wou d’Ëmwelt an
d’Technologie sech mat grousser Vitesse entwécklen, sinn onvermeidbar weltwäit Changementer an den
Institutiounen néideg. D’Haapterausfuerdemng ass déi, e Fundament vu gedeelte Valeuren, Wäerter ënnert den
Natiounen ze schafen. Wäerter déi staark genuch sinn, fir en Zesummenhang ze sécheren a Wäerter déi méi staark si
wéi déi negativ an zerstéierend Tendenzen an eiser haiteger Gesellschaft. Déi wierklech Gefor läit an der Passivitéit,
well ee fäert eppes ze änneren, oder well een d’Gefill huet ouni Hëllef ze sinn, virun der Komplexitéit vun de
Situatiounen a Problemer, virun deene mir am Moment stinn.
Anstatt der Muecht nozelafen, sollten d’Regiemnge sech als Partner zesummendoe fir eng vereente Welt opzebauen
an dat mat engem Sënn fir global Verantwortung. Mat neie Wäerter an Astellungen déi sech geännert hunn, kënne
mir méi sënnvoll liewen. Wa mir besser kënnen ee mat deem aneren ëmgoen, kréie mir eng méi grouss
1 Although outwardly cataclysms are hard to understand and to endure, yet there lies a great wisdom behind them which appears later. All the visible material events are inter-
related with invisible spiritual forces. The inßnite phenomena of creation are as interdependent as the links of a chain. When certain links become rusty, they are broken by unseen
forces, to be replaced by newer and better ones. There are certain colossal events which transpire in the world of humanity which are required by the nature of the times (Abdu'l-
Baha, Divine Philosophy, p. 115)
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 188 -
Zesummenaarbecht a manner Konflikt. Amplaz nëmmen un eis selwer ze denken, hu mir méi Zäit fir gär ze hunn,
generéis ze sinn, ze verzeien, deem aneren ze vertrauen, méi disziplinéiert ze sinn a méi zefridden ze sinn.
258 De Poopst ass gestuerwen
Sendung 258, 8ten an 9ten Abrëll 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer. Fir déi réimesch kathoulesch Kierch war
de Poopst de Vetrieder vu Gott hei op der Welt. D’Bahâ’i Gemeng vu Lëtzebuerg gëtt all de Chrëschten hiert
Bäileed, am Wëssen an am Glawen doranner, dass d’Séil no dësem Liewen an aner Welte weiderlieft. Hei e puer
Iwwerleeungen zum Poopst an dem Amt selwer; d’Relatioun vun de Päpst am Bahâ’i Glawen an d’Roll déi si an der
Geschicht gespillt hunn.
Dëse Poopst war sécher beméit, den Dialog tëschent de Reliounen ze encouragéieren. Sou hunn zum Beispill Bahâ’i
Vertrieder u Manifestatiounen an der Vatikanstad an zu Nei Delhi partizipéiert, Manifestatiounen déi vun der
réimesch kathoulescher Kierch organiséiert goufen. Bei enger zweeter Kéier war d’Bahâ’i Beroderin Zena Sorabjee
eng vun de Vertriederinne vu Reliounen, déi a Präsenz vum Poopst Johannes Paul II an der Versammlung geschwat
hunn. 1
Dëse Poopst huet bei enger Rezeptioun zu Burundi an Afrika, d’Bahâ’i besonnesch ernimmt, an och eng offiziell
Opzielung vum Bahâ’i Glawen als eng vun de Reliounen déi an Tuvalu vertruede sinn. 2
Bahâ'u'llâh, deen an der Zäit vum Poopst Pius IX gelieft huet, adresséiert sech un all déi grouss Herrscher vun der
Zäit. Dem Poopst Pius IX schreift hien 1867 vun Adrianopel aus, dass seng nei Offenbarung déi gëttlech
Reformatioun ass, den Dag vun der Rekolt. 3 Dëse Poopst war Poopst vun 1846 bis 1878. Bahâ'u'llâh säi Bréif un de
Poopst ass en eeschten, léiwen Opruff un d’Chrëschten, dass si den haitegen Tag vu Gott erkennen, sech opmaache
fir säi Liicht, hirem Herr entgéintkommen an a Sengem Numm d’Kinnekräich betrieden. Si wiren zum Liicht
erschaf, Hie wéilt net, dass si an der Däischtert bleiwen. Christus hätt d’Welt duerch Seng Léift a Säi Geescht
duerchdrängt, fir dass si un deem Dag kéinten d’Liewen aus der Hand vum Baarmhäerzegen empfänken. Dëst wier
d’Komme vum Papp, vun deem Jesaja geschwat huet, an déi duerch hie manifestéiert Léier wier dat, wat Christus
nach zréckgehalen huet, wéi Hie gesot huet: „ Ech hätt iech nach vill ze soen, awer dir kënnt et elo nach net
erdroen. “ Bahâ'u'llâh fuerdert de Poopst op, d’Coupe vum Liewen ze huelen, dorauser ze drénken an d’Coupe all
deenen ze offréiren, „déi sech Him an der Mëtt vun de Vëlker vun all Glawen zoudréinen. “ 4
Wann een déi lescht Halschent vum 19te Jorhonnert e bëssen ënnert d’Lupp hëlt, gesäit een, dass Glanz a Pracht
deemools déi gewalteg Muecht ausgemaach hunn, déi d’Herrscher, am allgemengen op eng autokratesch Aart a
Weis, iwwer de gréissten Deel vun der Welt ausgeübt hunn. Bahâ'u'llâh, deen aus sengem Gebuertsland Persien
wéinst Senge reliéise Léiere verbannt gouf, war de Prisonéier vum tyranneschen a mächtege Sultan vum
ottomanesche Räich. An dëser Situatioun huet Hie sech un d’Herrscher vun der Welt geriicht. Och wa Seng Bréiwer
un eenzel Kinneken an de Poopst iwwerreecht goufen, si si entweder bewosst iwwersinn oder zréckgewise ginn,
seng Rotschlei a Warnunge bloufen onbeuecht, an an engem Fall gouf deen, deen de Bréif bruecht huet, grausam
gefoltert and doutgemaach. 5
Bahâ'u'llâh koum zu der Erkenntnis, dass d’Welt der Gnod vu sou engen Herrscher ausgeliwwert war, voll vun
Arroganz, déi hiren eegene wierkleche Virdeel net méi kloer kënne gesinn. Hien erkläert: „D’Onzefriddenheet, déi
1 Bahâ 'i- Vertreter nahmen auch an Veranstaltungen in der Vatikanstadt und in Neu Delhi teil, die von der römisch-katholischen Kirche veranstaltet wurden. Beim zweiten Anlass war
Beraterin Zena Sorabjee eine der Vertreterinnen von Religionen, die in Gegenwart von Papst Johannes Paul II zur Versammlung sprachen.
(Ridvan Botschaften, Ridvan Botschaften 1988-2003)
2 ...der besonderen Erwähnung der Bahâ'i durch Papst Johannes Paul II. unlängst bei einem Empfang wärendseines Besuches in Burundi, der ofßziellen Außistung des Bahâ'i-
Glaubens als eine der vertretenen Religionen in Tuvalu, ... - eines ist unzweiwelhaft klar: Die sich steigernde weltweite Wirkung bestätigt, daß der Bahâ'i-Glaube aus der
Verborgenheit hervortritt. (Briefe des UHG, Ausgewaehlte Botschaften 1963-1996)
3 Dieneue Offenbarung ist sozusagen diegöttliche "Reformation", der "Tag der Ernte", wie Bahâ'u'llâh in seinem Sendschreiben an Papst Pius IX. verkündete. (Udo Schaefer, Die
mystische Einheit der Religionen)
4 Sein Sendbrief an den Papst enthält einen eindringlichen, liebevollen Aufruf an die Christen, daß sie den heutigen verheißenen Tag Gottes erkennen, sich seinem Licht erschließen,
ihrem Herrn entgegenjauchzen und in Seinem Namen das Königreich betreten. Zum Lichte seien sie erschaffen, Er wolle sie nicht im Dunkeln wissen. Christus habe die Welt durch
Seine Liebe und Seinen Geist geläutert, auf daß sie an diesem Tagfähig sei, das Leben aus der Hand des Barmherzigen zu empfangen. Dies sei das Kommen des Vaters, von dem
Jesaja sprach, und die jetzt durch Ihn offenbarte Lehre sei das, was Christus noch zurückhielt, als Er sprach: »Ich hätte euch noch viel zu sagen, doch ihr vermögt es jetzt noch nicht
zu tragen.« Er fordert den Papst auf den Kelch des Lebens hinzunehmen, daraus zu trinken und ihn dann solchen anzubieten, »die sich ihm inmitten der Völker allen Glaubens
zuwenden«. (Shoghi Effendi, Gott Geht Vorüber)
5 Glanz und Pracht kennzeichneten damals die gewaltige Macht, die die Herrscher, im allgemeinen in autokratischer Weise, iiber den größten Teil der Erde ausiibten. Bahâu 'llâh,
aus Seinem Geburtsland Persien wegen Seiner religiösen Lehren verbannt, war der Gefangene des tyrannischen und mächtigen Sultans des Ottomanischen Reiches. In dieser Lage
wandte Er sich an die Herrscher der Welt. Obgleich Seine Tablets an einzelne Könige und den Papst übergeben wurden, sind sie entweder absichtlich übersehen oder zurückgewiesen
worden, ihr weiser Rat und ihre unheilverkündenden Warnungen blieben unbeachtet, und in einem Falle wurde sogar der Überbringer grausam gefoltert und getötet.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 189 -
déi mënschlech Rass spléckt a péngegt, hëlt all Dag zou. D 'Zeeche vun der Schwächt an dem Chaos sinn haut ze
erkennen, well déi momentan Uerdnung schappeg an onvollkommen erschéngt. “ Och wann Hien an däischtere
Faarwen dës „gëttlech Zichtegung“ gemoolt huet, déi iwwer déi meescht vun deenen Herrcher komme géif an
d’Vëlker vun der Welt zerstéierech iwwerwältege géif, huet Bahâ'u'llâh awer keen Zweiwel um Resultat gelooss.
„ Geschwënn, “ so huet Hien erkläert, „gëtt déi haiteg Uerdnung opgerullt an eng nei gëtt an hirer Plaz ausgefaalt. “
... Dëst Oprulle vun der aler Weltuerdnung ass eng deeglech Tatsaach vun der Mënschheet ginn, an et kann ee keen
Enn dovunner gesinn. 1
De Kär vun der Weltuerdnung vu Bahâ'u'llâh ass d’Eenheet vun der mënschlecher Rass. Bahâ'u'llâh schreift: „De
wesentleche Grond vum Glawe Gottes a Senger Relioun ass deen, d’mënschlech Rass ze schiitzen an hir Eenheet ze
fërderen ... “ Hie waamt eis: „D’Wuelergoe vun der Mënschheet, hire Fridden an hir Sécherheet sinn onerreechbar,
wann net, an éier net hir Eenheet fest begrënnt sinn. “ Dës Eenheet ze verwierklechen ass déi ausdrécklech Aufgab
vu Bahâ'u'llâh an d’Zil vun all Bahâ’i Aktivitéit. 2
259 E puer Froen iwwer d’Bahä’i Gemeng 3
Sendung 259, 15ten an löten Abrëll 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer, an dëser 259ter Bahâ’i Emissioun um
Radio ARA kucke mir e bësse méi genee wien dann d’Bahâ’i Gemeng ass? Wat d’Bahâ’i Gemeng mécht? Wéi eng
Kraaft d’Bahâ’i Gemeng an der Welt ass a wéi eng Kraaft si an Zukunft wäert sinn.
Déi éischt Äntwert op d’Fro wéi eng Gemeng mir sinn, ass déi, dass mir Unhänger vu Bahâ'u'llâh sinn. Mir,
d’Bahâ’i, deelen eise gemeinsame Glawen a mir sinn ee mat dem anere verbonnen duerch eis gemeinsam Léift fir
Bahâ'u'llâh. Dofir ass e wesentlechen Aspekt vun eisem Gemeinschaftsliewen eis Frëndschaft a Léift ënnereneen.
En aneren Aspekt vun der Bahâ’i Gemeng ass ganz kloer d’Gebiet. Mir sinn eng Kommunautéit vu Leit déi
zesummekommen fir eise Schëpfer ze luewen. A mir kommen zesumme fir eist Verständnis vun de Léiere vu
Bahâ'uilâh ze deelen a fir eist Wësse vu senger Offenbarung ze verdéiwen. Do derbei kënnt d’Dimensioun vun den
Institutiounen. Mir sinn eng Gemeng déi organiséiert ass. Eis Institutioune këmmere sech ëm d’Bestietnisser,
organiséiere Kanner- a Jugendklassen fir hir geeschteg Erzéiung, probéieren eis Differenzen ze léisen an
ënnerstëtzen eis an eise Beméiungen an Harmonie mat de Gesetzer vun enger neier Uerdnung ze liewen. A wa mir
stierwen, hëlleft d’Gemeng eis, dass mir en éierbaart Begriefnes kréien; an et gëtt un eis an de Gebieder geduecht.
Bahâ'u'llâh huet eng weltwäit Gemeng geschaf déi Leit mat esou verchidden Hannergrënn zesumme verbënnt, Leit
déi sech eens sinn an hirem Verstoe vun enger Rei vu wesentleche Glawenspunkten. An dat a sech ass wierklech e
Wonner. Et schéngt nach méi erstaunlech wa mir un déi verfollegt Bahâ’i Gemeng am Iran denken, an där mir eis
Wuerzelen hunn. Mee all dat wat elo opgezielt gouf, geet dat duer? Ass et dofir wou mir Bahâ’i sinn? Natierlech
kann een och nach soen, dass d’Bahâ’i Gemeng sech an den Déngscht vun der Mënschheet asetzt. Mee et ass
wichteg, dësen Déngscht méi genee ze defméieren, méi genee ze beschreiwen, dësen Déngscht an e Kontext ze
setzen. Wat ënnerscheet d’Bahâ’i Gemeng vun anere Kongregatiounen déi méi oder wéiniger déi selwecht Saache
maache wéi mir? Leit mat héijen Idealer, Leit déi sech asetze fir aneren ze hëllefen? Natierlech ass dee wichtegste
Punkt deen d’Bahâ’i Gemeng defméiert de Fait dass mir eng Kommunautéit sinn, geschaf duerch d’Kraaft vum
Bündnis, eng Alliance déi d’Spëtzt ass vun der Eenheet vun der Mënschheet. Dobäi kommen nach d’Léiere vu
Bahâ'u'llâh fir eist Liewen an der Gemeng: Eis Beméiunge fir Virurteeler ofzeschafen, d’Tatsaach dass mir un
d’Prinzipp vun der Berodung gleewen, dass mir op sinn an tolerant. An dass d’Bahâ’i administratiivt Uerder
eenzegaarteg ass. Mir kéinten och nach weiderfueren mat aner spezifeschen Eegeschaften, déi een am Bahâ’i Glawe
fënnt. Wat mir dann eigentlech maachen, ass natierlech d’Schéinheet vun de Léiere luewen an hir Relevanz fir
d’Liewe vun der Mënschheet. Dat ass eenzegaarteg. An awer, all dës Tatsaachen sinn nëmmen deelweis eng
Äntwert op déi Fro: Wéi eng Gemeng ass d’Bahâ’i Gemeng dann? Mir fanne méi eng komplett Äntwert wa mir méi
genee d’Konzept vum Déngscht ënnersichen.
1 Nachdem Bahâ'u’lläh diese alte Welt geprüft hatte undzu der Erkenntnis gekommen war, daß sie "der Gnade solcher Herrscher ausgeliefert (war), die, von Hochmut trunken, ihren
eigenen wirklichen Vorteil nicht mehr deutlich wahrnehmen können ", erklärte Er: "Der Hader, der die menschliche Rasse zerspaltet und peinigt, nimmt täglich zu. Die Zeichen
drohender Schwäche und des nahen Chaos sind heute zu erkennen, da die bestehende Ordnung bejammernswert unvollkommen erscheint." Obgleich Er in düsteren Farben diese
"göttliche Züchtigung" malte, welche über die meisten jener Herrscher kommen und die Völker der Welt zerstörerisch überwältigen würde, hat Bahâu'lläh doch keinen Zweiwel an
dem Ergebnis gelassen. "Bald", so erklärte Er, "wird die heutige Ordnung aufgerollt und eine neue an ihrer Statt entfaltet werden". Seit dem Heimgang Bahâu'llâhs im Heiligen Land
im Jahre 1892 ist das "Aufrollen" der alten Ordnung eine tägliche Erfahrungstatsache der Menschheit geworden, und kein Ende ist in diesem Vorgang abzusehen. (Baha'u'llah, Die
Verkuendigung Bahaullahs)
2 Der Kern der Weltordnung Bahâ'u'llâhs ist die Einheit der menschlichen Rasse. "O ihr Menschenkinder!", schreibt Er. "Die grundlegende Absicht, die den Glauben Gottes und
Seine Religion beseelt, ist, die Belange der menschlichen Rasse zu schützen und ihre Einheit zu fördern ..." Und Er warnt: "Das Wohlergehen der Menschheit, ihr Friede und ihre
Sicherheit sind unerreichbar, sofern nicht und ehe nicht ihre Einheit fest begründet ist."Diese Einheit zu verwirklichen ist Bahâ'u'Uâhs ausdrückliche Aufgabe und das Ziel aller
Bahâ'i-Tätigkeit. (Baha'u'llah, Die VerkuendigungBahaullahs)
3 aus enger Konferenz an Australien, vum Dr Farzam Arbab, 2004
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 190 -
D’Konzept vum Déngscht un der Mënschheet, un der Gesellschaft kann ee sou verstoen, dass dësen Déngscht net
wëllt heeschen, dass een eppes ännere wëll. Sécher wëllt ee sozial Konditioune verbesseren. All déi grouss
Hëllefsorganisatiounen hunn dacks d’Gefill dass si e Feier läschen, mee dass et op enger anerer Plaz schon nees
brennt. An da ginn et och ReformBeweegungen, awer och si hunn net als Zil eng komplett Restrukturéierung vun
der Gesellschaft. Als Bahâ’i gleewe mir wa Bahâ'u'llâh seet: „ Gläich gëtt déi haiteg Uerdnung opgerullt, an eng nei
Uerdnung kënnt an hir Plaz. “ Dat heescht eng nei Weltuerdnung ass néideg. Dat heescht mir sinn eis bewosst dass
eis Welt, elo wéi se ass net an der Rei ass, och wa mir vläicht a relativem Komfort liewen. Tatsaach ass, dass
Ënnerdréckung gréisstendeels d’Welt regéiert, dass Gurmangzegkeet eng Kraaft ass déi d’Liewe vu Milliarde vu
Leit ruinéiert. An awer si mir keng revolutionär Beweegung am normale Sënn. Wärend mir gleewen, dass déi haiteg
Weltuerdnung voll a ganz futti ass, wëlle mir näischt mat hirer Zerstéierung ze dinn hunn. D’Bahâ’i Gemeng ass
eng Gemeng déi baut an net eng Gemeng déi zerstéiert. Mir hu kee Gebrauch fir e Konzept vu Muecht, wou e puer
déi aner dominéieren oder manipuléieren. Mir gleewen un d’Kraaft vun der Eenheet, d’Kraaft vu gudden a rengen
Doten, d’Kraaft vum éierlechen Déngscht, ouni dobäi u säin eegenen Interessi ze denken. Mir déngen den Interesse
vun der Mënschheet, der ganzer mënschlecher Rass a mir schaffen zesumme mat all Projet dat dësen Interessen
déngt. Awer eist Ënnerhuele befaasst sech domat, eng ganz nei Zivilisatioun ze bauen, eng Zivilisatioun wéi
d’Mënschheet sech nach ni eng virgestallt huet. An dës Kombinatioun vun Approche a Glawen ass wierklech
revolutionär. Wann ee sech d’Bahâ’i Gemeng esou virstellt, fënnt ee vill Passagen an de Bahâ’i Schrëften, déi dëse
Prozess beschreiwen: “Geeschteg Eroberer, engArméi vu Liicht, d’Zaldote vum Liewen. ’’ Fir all Bahâ’i deen
doriwwer nodenkt, eng wierklech Erausfuerderung!
260 Suerg ëm eng weider Verfollegung vun de Bahä’i am Iran
Sendung 260, 22ten an 23ten Abrëll 2005. Berlin/Genf. - Déi international Bahâ’i Gemeng ass bestierzt an
enttäuscht, dass d’UN Mënscherechtskommissioun versot huet, eng Resolutioun zur Mënscherechtslag am Iran och
nëmmen a Betruecht ze zéien. Dat obscho sech d’Situatioun am Land verschlechtert a besonnesch d’Verfollegunge
vun de Bahâ’i.
„ Wann ee gesäit wéi d’Mënscherechtsverletzungen an der Bahâ ’t Gemeng am Iran zougeholl huet, kann et nëmme
schockéieren, dass et der UN-Mënscherechtskommissioun dräi Joer laang hannereneen net gelongen ass, déi
international Observatioun vun der Mënscherechtslag ze erneieren “, sot d’Bani Dugal, Haaptrepräsentantin vun der
Bahâ’i Intemational Community bei de Vereenten Natiounen.
„Am leschte Joer goufen zwou bedeitend Helleg Plaze vun de Bahâ ’t zerstéiert, de Bahâ ’i Jugendleche gouf den
Zougank zu héijerer Bildung an zum Studium alt ërem eng Kéier verweigert, an eréischt kierzlech waren d 'Bahâ 7
an de Stiet Yazd an Teheran vun enger neier Well vun Iwwergrëff Schikanen a Festname betraff“, sot d’Bani
Dugal.
„All dat ass Bestanddeel vun engem Muster vu reliéiser motivéierter Verfollegung, ugestëft a guttgeheesch vun der
iranescher Regierung, déi d’lescht Joer virun enger däitlecher Veruerteelung vun hiren Handlunge bei der
internationaler Staategemeinschaft stoung“, sot d’Madame Dugal.
„Mir si ganz enttäuscht dass d’Mënscherechtskommissioun keen Erfolleg hat. Leider hu Staaten, déi an der
Vergaangenheet Resolutioune bruecht hunn an domat eng international Observatioun vum Iran erméiglecht hunn,
sech an dësem Joer nees zréckgezunn, “ sot d’Madame Dugal.
D’Diane Ala’i, Vertriederi vun der BIC am Sëtz vun de Vereenten Natiounen zu Genf, huet den 23te Mäerz vimn
der Mënscherechtskommissioun gesot: „ Zënter dräi Joer ass d ’Kommissioun net amstand, eng Iran-Resolutioun ze
huelen, wärend deem sech d’Situatioun am Land lues awer sécher verschlechtert huet. An elo, an de leschte Méint
hu mir den Androck, dass et e Réckfall an d’Zäit vu virun 20 Joer gëtt, wou mir gewalttäteg Ugrëff op d ’Bahâ ’i
Gemeng am Iran erlieft hunn. “ sot D’Madame Ala’i weider.
„Dee schlëmmsten Ausbroch gouf et an der Stad Yazd, wo e puer Bahâ ’i an hiren Haiser ugegraff a mësshandelt
goufen. D ’Geschäft vun engem Bahâ ’i gouf a Brand gesat, aner Bahâ ’i goufen intimidéiert a menacéiert. Duerno
gouf et eng Rei vun Arrestatiounen a kuerzzäitegen Inhaftéierungen. De Kierfécht vun de Bahâ ’i a Yazd gouf
muttwëlleg zerstéiert, an deems Gefierer iwwer d’Griewer gefuer sinn, Grafsténg goufefutti gemaach an déi
stierflech Iwwerreschter ausgegruewen a verstreet. “ D’Diane Ala’i huet och gesot, dass am Mäerz zu Teheran
Agente vum iraneschen Geheimdéngscht d’Wunnenge vun e puer Bahâ’i gestiermt hunn a Stonnen domat
verbruecht hunn, d’Wunnengen ze duerchwullen, éier si d’Eegentum vun de Bahâ’i matgeholl hunn a si inhaftéiert
hunn.
„Fënnef Bahâ ’igoufen eleng am Mäerz inhaftéiert“, sot d’Diane Ala’i. „Zwee vun hinne goufe schliesslech op
Kautioun fräigelooss, awer d’Famill an d’Gemeng wëssen net wou déi aner inhaftéiert sinn. Zwee aner Bahâ ’i, déi
festgeholl goufen, well si just Kopië vun engem opene Bréif an dat an engem héiflechen Toun, vun den iranesche
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 191 -
Bahâ ’ifir de Präsident Khatami weiderginn hunn, kruten d’Héchststroffir dëst sougenannte Verbriechen. “ „An
engem anere Fall goufen d’Haiser an d’Grondstécker vu sechs Bahâ ’i-Famille konfiskéiert an hinnen esou hir
eenzeg Liewensgrondlag geholl“, sot d’Madame Ala’i.
Tëschent 1978 an 1998 huet d’iranesch Regierung méi wéi 200 Bahâ’i hiriichte gelooss. Honnerte goufen
inhaftéiert an zéngdausende Bahâ’i hunn hir Aarbechtsplaze verluer, hiren Usproch op eng Pensioun, hir Geschäfter
a Studieméiglechkeeten. Op Grond vun intensivem intemationalem Drock, virun allem duerch Resolutioune vun der
UN-Mënscherechtskommissioun bis zum Joer 2002, huet d’iranesch Regierung d’Hiriichtungen agestallt an huet
d’Zuel vun den inhaftéierte Bahâ’i staark reduzéiert.
Obschonn d’iranesch Regierung déi schwéierst Forme vun direkter Gewalt a Mënscherechtsverletzung un eenzelne
Membere vun der Bahâ’i Gemeng gestoppt huet, huet si weidergemaach mat hirer Verfollegungskampagne, an dat
besonnesch duerch sozial a wirtschaftlech Restriktiounen. Zil ass déi allmählech Erwiegung vun enger reliéiser
Gemeinschaft an hirer Totalitéit.
261 Honnert Joer däitsch Bahä’i Gemeng
Sendung 261, 29ten an 30ten Abrëll 2005. Déi däitsch Bahâ’i-Gemeng feiert dëst Joer hiert honnertjäregt Jubiläum.
Schonn 1905 koum den éischte Bahâ’i an Däitschland an eng lieweg Gemeng huet sech séier entwéckelt. En
Empfang am Europäesche Bahâ’i-Haus vun der Andacht zu Hofheim am Taunus dëser Deeg ass den Optakt fir eng
ganz Rei vu Jubiläumsfeieren, déi et an den nächste Méint wäerte ginn. Héichpunkt vun de Feierlechkeeten ass den
lOte September eng Festveranstaltung vun der ganzer däitscher Bahâ’i Gemeng zu Stuttgart.
Do, zu Stuttgart huet déi däitsch Bahâ’i Gemeng vimn 100 Joer ugefaangen, wéi den Dr. Edwin Fisher aus Amerika
a seng schwäbesch Heemecht zréckkoum an eng Zänndoktesch Praxis opgemaach huet. Den zweete Weltkrich war
natierlech e Réckschlag. Mam Nationalsozialismus gouf en ëffentlecht Optrieden ëmmer méi schwéier. Dat war
doduerch, dass am Bahâ’i Glawen d’Gedanke vun der Vëlkerverstännegung fest verankert sinn, an och wéint de
kosmopoliteschen an antirassistesche Léiere. Duerch e Sondererlass vum Himmler gouf de Bahâ’i Glawen a seng
Institutioune verbueden. All Gemenge goufen 1937 opgeléist, all Eegentum an déi ganz Literatur konfiskéiert.
Obwuel d’Bahâ’l kee Widderstand geleescht hunn, koum et zu Verhaftungen, Prozesser, a vereenzelt och zu KZ-
Haft. Nom Krich huet déi däitsch Bahâ’i-Gemeng sech nees nei etabléiert. Geschwënn gouf et a ville Stiet
Gemengenaktivitéiten. Schonn 1950 gouf et Bahâ’i an ongeféier 65 Uertschaften an der Bundesrepublik. Mat der
Bildung vun der DDR war do eng fräi Reliounsausübung onméiglech an d’Gemeng am ëstlechen Deel vun
Däitschland war bis zum Fale vun der Mauer verbueden. D’Präsenz vun der Bahâ’i-Gemeng gouf besonnesch
ënnerstrach duerch d’Aweiung 1964 vum Haus vun der Andacht bei Frankfurt. Et ass dat eenzegt vu senger Aart an
Europa an huet zu enger Plaz vun Andacht a Meditatioun entwéckelt, zu engem Unzéiungspunkt fir jiddereen. 1987
gouf d’Bahâ’i-Haus vun der Andacht vum Land Hessen zum Kulturdenkmal erkläert.
Bahâ’l sinn haut an zirka 900 Uertschaften an Däitschland vertrueden. Si engagéiere sech lokal an national an enger
Rei vun Themen, ënnert anneren am interreliéisen Dialog, fir Integratioun a soziale Zesummenhalt,
Geschlechtergläichstellung, nohalteg Entwécklung oder Mënscherechtsbildung. D’Wierken an der Gesellschaft an
d’Entwécklung vum Gemengeliewen gi flr d’Bahâ’f Hand an Hand. Sou sinn Andachtsversammlungen, Klasse fir
d’Wäerteerzéiung vu Kanner a Studiekreesser zu geeschteg reliéisen Theme grondsetzlech op fir jiddereen, Bahâ’i
oder net. Bei allen dräi Aktivitéiten geet et drëm, déi perséinlech Liewensféierung méi staark u geeschteg Wäerter
ze orientéieren a sech an den Déngscht an der Gesellschaft ze stellen.
An Däitschland wéi och an aner Länner hunn d’Bahâ’i sech och mat Stellungnahmen zur Léisung gesellschaftlecher
Probemer un Entscheedungsdréier a Perséinlechkeete vum ëffentleche Liewe geriicht. Zum Beispill 1986 mat enger
Erklärung zum Fridden, 1998 mam Statement Integratioun als Erausfuerderung a Chance oder zulescht 2002 mat
engem Opruff zur Iwwerwannung vu Virurteeler un d’Repräsentante vun de Reliounen. Bahâ’i sinn opgeruff, mat
de Gleewege vun alle Reliounen an „häerzlecher Verbonnenheet an Eenheet“ an „am Geescht vum Wuelwëllen an
der Bridderlechkeet“ ze verkéieren. Gerad den interreliéisen Dialog huet de Bahâ’i an Däitschland vill
Geleeënheete ginn, Vertrieder vu Reliounen a Kiirchen ze begéinen, ënner aneren um Ronnen Dësch vun de
Reliounen an Däitschland.
D’Aarbecht vun de Bahâ’i fënnt hir Inspiratioun aus de Schrëfte vu Bahâ'u'llâh (1817-1892), dem Begrënner vun
der Bahâ’i Relioun. E groussen Deel vu Senge Schrëfte ass op däitsch iwwersat. E wesentlecht Prinzip ass dobäi déi
gemeinsam Berodung. Dorënner verstinn d’Bahâ’i e Prozess wou d’Entscheedung kollektiv fonnt gëtt; e Prozess
dee fir den Erfolleg vun de gemeinschaftleche Beméiungen onentbierlech ass. Dës Berodungskultur gëtt am
Gemengeliewe vun de Bahâ’i bewosst geflegt an entwéckelt. A si gëtt als Modell offréiert fir
Entscheedungsprozesser op alle gesellschaftlechen Ebenen.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 192 -
262 Pilgerrees am Hellege Land
Sendung 262, 13ten a 14te Mee 2005. Léif Radio Ara Nolauschterer, wëllkomm bei eiser 262ter Bahâ’i Emissioun
hei um Radio ARA. Meng Fra an ech hate viru kuerzem eng wonnerbar Geleeënheet eng organiséiert Bahâ’i
Pilgerrees ze maachen. Eng Pilgerrees vun néng Deeg an Israel, d’Hellegt Land fir d’Judden, d’Chrëschten,
d’Musulmaner an d’Bahâ’i. Am hellege Land sinn et zwou Stied, Haifa um Bierg Karmel an déi fféier Festungsstad
Akko, déi am Bahâ’i Glawe vu grousser Bedeitung sinn. A wat eng Chance mir hunn, zäitlech gesinn esou no ze
sinn, bei engem Begrënner vun engem Glawen, deen eis Welt changéiert. Knapps 150 Joer, zu enger Zäit wou déi
industriell Revolutioun ugefaang huet, wou déi éischt Fotoe gemaach goufen a wou den Telefon erfonnt gouf. Et ass
scho bemierkenswäert ze gesinn, dass mat dëser neier Relioun, dem Bahâ’i Glawen, dass zur gläicher Zäit wou de
Bahâ’i Glawen entsteet, dass vun deem Zäitpunkt un de materielle Fortschrëtt immens zouhëlt, dass
d’Wëssenschaften ongeheiere Progrès maachen. An dës Pilgerrees erlaabt eis an de Fousspuere vun der Geschicht
ze trëppelen, Plazen ze gesinn, Zëmmeren ze besiche, wou Evenementer geschitt sinn, déi en Afloss op eist haitegt
Liewen hunn. Ech denken do zum Beispill un dat Zëmmer dat mir besiche konnte, wou Bahâ'u'llâh säi Buch vun de
Gesetzer offenbaart huet, zu Akko, an engem Haus mat Vue sur mer, wat haut fir d’Bahâ’i vun der Welt en Deel
vun hirer Pilgerrees ass.
Fir sou eng Pilgerrees ze maachen, mécht een eng Demande zu Haifa. D’Demande ass grouss an esou kann ee mat
fënnef Joer rechnen, éier een eng Äntwert kritt. Da kritt een e puer Datumer, wou e wiele kann. An dann huet een
Zäit sech op seng Pilgerrees virzebereeden. Fir vill Bahâ’i ass et eng eemoleg Geleeënheet säi Glawe besser
kennenzeléieren. Et muss ee bedenken, dass sou eng Rees muss fmanzéiert ginn an dass Leit vu ganz wäit kommen.
An eisem Pilgergrupp hate mir Leit aus Kanada, Amerika, Rwanda, Südafrika an den Iles Maurices, fir der nëmmen
e puer ze nennen. Bei der Invitatioun fir d’Pilgerrees fënnt een och ganz praktesch Informatiounen, besonnesch och
fir Leit, déi vläicht nach ni eng gréisser Rees an d’Ausland gemaach hunn.
Wann een da bis do ass, zu Haifa, fir sech anzeschreiwen, kritt een ënnert aneren och e klengt Bichelchen, wat als
Guide déngt. Do liest een an der Aféierung dass „heilige Stätte ... gewiss Zentren der Ausgiessung göttlicher Gnade
sind, denn beim Betreten der erleuchteten Orte, die physich wie auch geistig mit Märtyrern und heiligen Seelen in
Verbindung gebracht werden, wird eines jedes Herz von tiefer Empfindsamkeit durchströmt. “
„D 'Bahâ Y Weltzentrum ass räich u Plazen, déi an enher Bezéiung zur Offenbarung stinn, déi de Glawe vu
Bahâ’u’llâh an déi weltwäit Gemeng vu Senge Gleewegen an d’Liewe geruff hunn. “ „ Virun allem sinn dat
d’Mausole, déi déi stierflech Iwwerreschter vum Stëfter vum Glawen, Sengem Virleefer an de Mëttelpunkt vu Senger
Alliance enthalen. Häiser, déi vun der helleger Famill wärend verschiddene Phase vun hirer Verbannung bewunnt
woren, ... déi verbonne si mat Evenementer, déi d’Entwécklung vum Glawe geprägt hunn. All dat vermëttelt dem
Visiteur d’Méiglechkeet vun engem geeschtegen Erliefnes, dat eenzegaarteg an der reliéiser Geschicht ass. Dobäi
kënnt dat groussaartegt Panorama vun de Gebeier an de Gäert, dat sech iwwer den Hang vum Bierg Karmel
erstreckt. An dat verkierpert dat administratiivt Häerz vun der Bahâ ’i Welt. “
D’Pilgergrupp vun 200 war dës Kéier an dräi Sproochen agedeelt, Franséisch, Englesch a Persesch. Mir waren am
franséische Gmpp zu gutt 40 Leit. De Programm ass esou dass et genuch Zäit gëtt fir sech ze entspanen, fir ze
bieden an ze meditéieren. Wärend der ganzer Zäit hu mir e Guide gehat, deen eis wonnerbar encadréiert huet.
Iwwerhaapt hate mir op all de Bahâ’i Plazen e waarmen, häerzlechen Accueil. Déi néng Deeg als Pilger si mir
wierklech d’Gäescht vun eisem héchste Gremium, dem Universalen Haus vun der Gerechtegkeet, dat eis den
zweeten Dag an hirem Sëtz perséinlech empfaangen huet.
Wärhend dësen néng Deeg léiert een natierlech aner Bahâ’i vu ganz verschidde Plazen op der Welt kennen. Dës
Diversitéit ass wéi e frësche Wand, deen engem richteg gutt deet. Et ass awer och eng wonnerbar Zäit fir ze
meditéieren an ze bieden, fir sech ze besënnen iwwer säi Liewen a wat ee ka kon kr et mat dëser Pilgerrees ufänken
wann een nees doheem ass. Mir hu ganz vill Fotoe gemaach, déi mir eise Frënn doheem weisen. Et ass eng gutt
Méiglechkeet fir konkret iwwer de Bahâ’i Glawen ze schwätzen.
263 Lassléisung, eng Dugend
Sendung 263, 20ten a 21te Mee 2005. Léif Radio Ara Nolauschterer, wëllkomm bei eiser 263ter Bahâ’i Emissioun
hei um Radio ARA. D’Thema vun haut ass d’Lassléisung, détachéiert sinn. Et ass eng Dugend fir déi mir eng ganz
Rei Gebieder hunn an d’Thema Lassléisung, niewent dem Gebiet an der Meditatioun gehéiert zum Curriculum vun
eise Kannerklassen. An der Bhagavad-Gita, dem hellege Buch am Hinduismus liese mir: „Bei allem wat s du
méchs, denk un dat Hellegt, sief lassgeléisst a kuck op den Erfolleg an d’Nidderlag mam gläichen A. Spiritualitéit
implizéiert Geloossenheit a Gläichgewiicht. “ Wat heescht et lassgeléisst ze sinn? Am Family Virtues Guide, engem
Buch fir d’ganz Famill, liese mir: „Lassléisung heescht, seng Gefiller erliewen ouni de Gefiller et ze erlaben, dass
Bahâ 7 Emissiounen utn Radio ARA 2000-2007
- 193 -
si eis kontrolléieren “ Et bedeit dass mir entscheeden wéi mir an enger Situatioun agéieren anstatt dass mir einfach
reagéieren. Gefiller wéi Trauer, Freed, Enttäuschung, Frustratioun, Roserei sinn normal. Jiddereen huet se.
Lassléisung ass eng Manéier, säin Denken a seng Gefiller zesummen ze benotzen fir dass d’Gefiller net mat eis
fortlafen.
Lassgeléisst sinn heescht net wëllen anescht ze fillen wéi ee wierklech fillt. Gefiller si wonnerbar wa si eis
gehéieren, wa mir se benotzen fir dat ze maache wat mir wierklech gewielt hunn ze maachen.
Lassgeléisst sinn bedeit, dat ze fille wat ee fillt, mee net mussen op dat Gefill hin ze handlen, ausser et ze wëllen. Et
ass esou wéi wann ee niewent sech selwer steet a kuckt wat ee fillt an et och fillt.
Firwat solle mir Lassléisung iiben? Well et wichteg ass fir e geeschtegt Wiesen. Et erlaabt eis ze wielen wéi mir
handle sollen, egal wéi mir och fillen. Et erlaabt ass léif ze si mat Leit déi mir net gär hunn, oder eppes schwéieres
ze maachen well et richteg ass dat ze maachen.
Lassléisung hëlleft eis ze entscheede wat mir mat staarke Gefiller wéi Roserei maache sollen. Ech kann engem soe
wéi rosen ech sinn a firwat anstatt d’Dier hannert mir zouzeklacken a voller Roserei fortzelafen.
Lassléisung ka mir Selbstvertraue ginn. Et ass esou wéi wann ech a menge Gedanke roueg a friddlech am Bësch
spadséieren a kucke wat geschitt ouni d’Nerven ze verléieren.
Ouni Lassléisung weess ech ni wat ech maache wäert; et hänkt dovun of wéi ech mech spieren. Wann ech
Lassléisung vill iiben, gëtt et méi einfach et ze maachen, och wann ech ganz staark Gefiller fir eppes oder een hunn.
D’Gebiet an d’Meditatioun kënne vill hëllefe Lassléisung ze léieren.
Ouni Lassléisung géif ech vun all deene Saachen ewechbleiwen déi ech net gär hunn oder déi schwéier sinn - och
wann et wichteg ass dass ech se maachen. Mat Lassléisung kann ech entscheeden eppes mat Moderatioun ze
maachen anstatt ze vill ze iessen oder ze vill Tëlee ze kucken an domat aner Saachen ze vemoléissegen, Saachen déi
musse gemaach ginn.
Wéi üben ech Lassléisung? Ëmmer da wann ech e Gefill hu fir eppes oder fir een. Fir d’éischt heescht et d’Gefill
erkennen, well wéi kann ech lassgeléisst sinn wann ech net weess vu wat ech lassgeléisst sinn?
Bleif stoen a kuck op deng Gefiller a Gedanken. Stell dir zwou Froen: Wat fillen ech iwwer dat do? Wat wëll ech
maachen? Dann iwwerlee wat s du maache wëlls a fro dech: Ass et gutt fir mech? Hëlleft et vläicht engem aneren?
Ass et richteg? Ass et dat bescht wat ech maache kann? Wann d’Äntwert do op eng vun de Froen nee ass, dann
decidéier, eppes anescht amplaz ze maachen. Dräi Saachen also: kucken, wielen, handlen.
Konkret kann ee sech Lassléisung virstelle bei Situatiounen an der Famill: D’Mamm freet d’Kanner am Haus ze
hëllefen awer si wëlle léiwer dobausse spillen. Oder ech wëll onbedéngt e Spill gewannen awer ech verléieren. Oder
et ass een invitéiert an et huet een d’Gefill dass keen engem nolauschtert. Oder et ass ee bestued an op eemol léiert
een eng aner Persoun kennen an et ass ee fuerchtbar vun hir ugezunn.
Lassléisung kann also ganz konkret am Alldag hëllefen, sech bewosst ze ginn, wat mat engem passéiert. Et kann een
op mannst eng Kéier déif anootmen, éier een sech an eppes erastierzt, wat ee vläicht am Moment als richteg
empfënnt.
D’Konscht, d’Wäisheet läit doranner e Gläichgewiicht ze fannen tëschent dräi Saachen an eisem Liewen: dat wat ee
fillt, dat wat een dénkt an dat wat ee mécht.
Ofschléissend fanne mir an der Bahâ’i Encyclopédie dass Lassléisung net nëmmen am Hibléck op materiell Saache
nëtzlech ass, mee et betrëfft och de Wonsch an den Himmel, an de Paradis ze kommen, de Stolz op säin eegent
Wëssen an dat wat een erreecht huet.
264 De Bahä’i Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 1/7
Sendung 264, 27ten an 28te Mee 2005. Wat ass Bahâ’i? Wéi kann ech engem dat an e puer Minutten erklären? 1 2 An
dëser Emissioun probéiere mir en Ufank ze maachen. Mir stellen eis d’Anna vir, e Meedche vu 17 Joer dat senger
Frëndin, dem Emilia, vu sengem Glawe schwätzt. Emilia, mir hu jo schonn driwwer geschwat, dass de Bahâ’i
Glawen eng Weltrelioun ass, mam Zil dass all Rassen an all Vëlker kënnen an engem gemeinsame Glawen
zesummekommen. Bahâ’i sinn Unhänger vu Bahâ'u'llâh. Hien ass fir si deen, deen zu allen Zäite versprach gouf, le
Promis, der Verheissene. Wéi s du weess, fënnt een an den Traditioune vu bal alle Vëlker d’Versprieche vun enger
Zukunft wou Fridden an Harmonie op der Äerd wäert etabléiert ginn, d’Versprieche vun enger Zukunft wou
1 Family Virtues Guide, PLUME, S. 101
2 Ruhi 6, L ’acte d’enseigner, s7
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 194 -
d’Mënschheet am Gléck an am Wuelstand liewe wäert. Mir gleewen dass d’Zäit vun dësem Versprieche komm ass
an dass Bahâ'u'llâh dës Persoun ass an dass seng Léieren der Mënschheet et erlaben eng nei Welt ze schafen.
Bahâ'u'llâh schreift op enger Plaz: „Dat wat den Här als héchst Heelmëttel a mächtegst Instrumentfir d’Heelung
vun der ganzer Welt verschriwwen huet, ass d’Unioun vun all senge Vëlker an enger universaler Saach, engem
gemeinsame Glawen. “ 1 2
Wann s du d’accord bass, wollt ech dir fir d’éischt vun enger Léier vu Bahâ'u'llâh erzielen; et ass iwwer den
Herrgott an eiser Relatioun, eiser Bezéiung mat Him. Bahâ'u'llâh léiert eis dass ee Gott a senger Essenz net kenne
kann. Dat heescht mir sollten eis kee Bild vun Him maachen, wéi dass mir eis Hien zum Beispill als e Mënsch
virstellen. Dat wat erschaf gouf, ka säi Schëpfer net verstoen. En Dësch zum Beispill kann d’Natur vum Schräiner,
deen den Dësch gemaach huet, ni verstoen. D’Bild kann de Moler net verstoen. Genau sou ass eis Relatioun mat
Gott.
Gott huet alles erschaf, Himmel an Äerd, mat senge Bierger an Däll, senge Wüsten a Mierer, senge Felder a Beem.
Gott huet d’Déieren erschaf an d’Mënschen. D’Ursaach hannert eiser Kreatioun, eiser Schëpfung, seet Bahâ'u'llâh,
ass d’Léift. Hie seet: „Ech hat engLéiftfir dech ze erschafen, also hunn Ech dech erschaf Sief du also frou mat
Mir,fir dass Ech däin Numm soe kann, an deng Séil mam Geescht vum Liewen erfëlle kann. “
Och wann d’Existenz vu Gott wäit iwwer eist Verstoen ewech geet, beréiert Seng Léift eist Liewen an eis selwer déi
ganzen Zäit. Dës Léift kënnt op eis zou duerch Säin éiwegt Bündnes, Seng éiweg Alliance. Dat heescht einfach dass
Gott eis ni aleng léisst, Hie léisst eis ni ouni Direktioun. All Kéier wann d’Mënschheet vun Him ewech geet, wann
d’Mënschheet Seng Léiere vergësst, erschéngt eng Manifestatioun vu Gott an offenbaart eis Säi Wëllen a Seng
Ziler.
Dat Wuert manifester bedeit eppes offenbaren, eppes bréngen dat virdrun net bekannt war. D’Manifestatioune vu
Gott si besonnesch Wiesen déi der Mënschheet d’Wuert an de Wëlle vu Gott offenbaren; a wa mir hinnen
nolauschteren, äntwere mir dem Appell vum Herrgott.
E Beispill aus der physescher Welt hëlleft eis d’Konzept vun der Manifestatioun ze verstoen. Op dëser Äerd ass et
d’Sonn déi d’Ursaach vun all eiser Hëtzt a Luucht ass. Ouni d’Sonn wier kee Liewen op der Äerd méiglech. An
awer kënnt d’Sonn net erof hei op d’Welt, a géife mir probéieren no bei si ze kommen, géife mir direkt verbrennen.
Wa mir elo e proppere Spigel huelen an deen der Sonn zou riichten, gesi mir d’Bild vun der Sonn am Spigel. A wat
de Spigel méi propper ass, wat d’Bild vun der Sonn am Spigel méi perfekt ass. An d’Manifestatioune vu Gott si wéi
perfekt Spigelen déi d’Luucht vu Gott an all Senger Herrlechkeet refletéieren. An all déi Spigelen refletéieren déi
selwecht Luucht. Wärend mir Gott selwer net erreeche kënnen, kommen dës perfekt Wiese vun Zäit zu Zäit bei eis,
liewe mat eis, ginn eis eng Richtung a fëllen eis mat Energie déi mir brauchen fir Progrès ze maachen, materiell a
spirituell.
Du hues d’Chance no de Léiere vu Christus erzunn ze ginn, eng Manifestatioun déi Gott der Mënschheet virun 2000
Joer geschéckt huet. Säi Rang ass dee vum Jong vu Gott. Elo kann s du d’Léiere vun enger neier Manifestatioun vu
Gott kréien, Bahâ'u'llâh. Säin Titel bedeit Herrlechkeet Gottes. D’Léiere vu Bahâ'u'llâh sinn a perfekter Harmonie
mat de Léiere vu Christus, awer si riichte sech un d’Besoine vun der Mënschheet vun haut. Wann s du e Moment un
d’Schicksal vun der Mënschheet denks, bass du bestëmmt mat mir d’accord dass d’Zäit do ass fir eng aner
Manifestatioun vu Gott.
Hei ass e klenge Passage vun de Schrëfte vu Bahâ'u'llâh, iwwer den Dag an deem mir liewen: „Dëst ass den Dag
wou d’Gonscht vu Gott sech iwwer d’Mënsche verspreet huet, deen Dag wou seng allermächtegst Gnod alles wat
erschaf ass, imprégnéiert huet. Et gehéiert sech dass all d’Mënsche vun der Welt hir Differenzen ausgläichen, an a
perfekter Eenheet a Fridden ënnert dem Schiet vum Bam vu Senger Suerg an .. Guttheet zesummekommen. “ ~ Éier
ech weiderfüeren Emilia, hues du vläicht Froen. Wat denks du iwwer dat wat ech gesot hunn?
Sou wäit dës kuerz Explikatioun vum Anna, wéi hat senger Frëndinn dem Emilia de Bahâ’i Glawe presentéiert. An
eiser nächster Emissioun héiere mir den zweeten Deel vun dëser Aféierung an de Glawen.
265 De Bahä’i Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 2/7
Sendung 265, 3ten an 4te Juni 2005. An eiser leschter Emissioun hu mir gesinn wéi d’Anna, e Meedche vu 17 Joer
senger Frëndin, dem Emilia de Bahâ’i Glawen presentéiert. Dass et eng Weltrelioun ass, wou all Rassen a Vëlker an
engem Glawen kënnen zesummekommen. Dass Bahâ'u'llâh deen ass, deen zu allen Zäite versprach gouf. D’Anna
zitéiert Bahâ'u'llâh, dee seet: „Dat wat den Här als héchst Heelmëttel a mächtegst Instrumentfir d’Heelung vun der
1 Ruhi 6, section 7, Bahau'lläh, Gleanings, CXX
2 Bahâ ’u'llâh, Gleanings, IV
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 195 -
ganzer Welt verschriwwen huet, ass d’Unioun vun all senge Vëlker an enger universaler Saach, engem gemeinsame
Glawen. “ 1 Déi éischt Léier an dëser kuerzer Presentatioun war d’Bezéiung tëschent dem Mënsch a sengem
Schëpfer. Gott direkt kann een net a senger Essenz kenneléieren. All Virstellung déi mir vun eisem Schëpfer hunn
kënnt vun eiser eegener Virstellungskraaft.
D’Bild kann de Moler net verstoen. D’Buch kann den Auteur net verstoen. Genee sou ass eis Relatioun mat Gott.
Well Gott eis awer ni aleng léisst, bréngt Hien eis all Kéier dann e Prophet, eng Manifestatioun, deen eis Gottes
Wëllen a seng Ziler bréngt. D’Manifestatioun vu Gott fir eis haiteg Zäit ass Bahâ'u'llâh, sou wéi et virun 2000 Joer
Christus war. Gott schéckt vun Zäit zu Zäit, no de Besoine vun der Mënschheet eng Manifestatioun fir eis de Wee
ze weisen. Gutt verstan, mir decidéiere wat mir domat maachen. Mir hunn eise fräie Wëllen. Dat ass esou wéi
d’Sonn déi Gott duerstellt an e Spigel, deen d’Manifestatioun duerstellt. D’Hëtzt vun der Sonn ass vill ze staark fir
eis Mënschen. Wa mir ze no sinn, verbrenne mir. Am Spigel gesi mir d’Sonn genee sou gutt.
A mir sinn och wéi e Spigel, an deem sech d’Luucht vu Gott refletéiert. Wann de Spigel vun eisem Häerz propper
ass, kann e vill vun der Luucht vu Gott refletéieren. Wann ee voll mat weltlechem Stëbs ass, refletéiert ee sou gutt
wéi näischt. A wa mir eis der Sonn zoudréien, kréie mir déi néideg Kraaft an Energie, sou wéi hei op der Äerd
d’Sonn alles wat erschaf ass, mat Liewen erfëllt.
De Rang vu Jesus Christus ass dee vum Jong vu Gott. Am Bahâ’i Glawen ass de Rang vu Bahâ'u'llâh dee vun der
Herrlechkeet Gottes. D’Léiere vu Bahâ'u'llâh sinn a perfekter Harmonie mat de Léiere vu Christus, awer si riichte
sech un d’Besoine vun haut. Et ass haut Zäit fir eng aner Manifestatioun vu Gott.
Op dëser Plaz mécht d’Anna eng Paus mat senger Presentatioun a freet d’Emilia, seng Frëndin, op hatt vläicht
Froen huet zu all deem. 1 2 Da proposéiert hatt dem Emilia eng aner Léier vu Bahâ'u'llâh ze presentéiren, d’Zil vum
Bahâ’i Glawen. Et ass dat d’Eenheet vun der Mënschheet. D’Bahâ’i Léiere soen eis dass mir d’Friichte vun engem
Bam sinn an d’Blieder vun engem Aascht. Och wa mir anescht ausgesinn an eis eege Gefiller hunn, och wa jidderee
ënnerschiddlch Talenter a Fäegkeeten huet, komme mir alleguer vun der selwechter Wuerzel; mir gehéieren all zu
der mënschlecher Rass.
D’Mënschheet kann ee mat engem grousse Gaart vergläichen, an deem all Zorte Blumme niewentenee wuesse, vun
alle Faarwen a jiddereng mat engem anere Geroch. De Charme an d’Schéinheet vum Gaart läit an dëser
Verschiddenheet. Mir duerfen et net zouloossen dass eis Ënnerscheeder an eise Charakter, eis Temperamenter, eis
Gedanken a Meenungen, dass déi Konflikter a Streidereie mat sech bréngen. Mir sollten d’Membere vun der
mënschlecher Rass wéi schéi Blummen am Gaart vun der Mënschheet gesinn an eis erfreeën, dass mir dozou
gehéieren.
Och wann d’Eenheet vun der Mënschheet eng Wourecht ass, un der keen Zweiwel besteet, si mir nach wäit ewech
vun dësem Konzept, a fir si ze vereenen ass keng einfach Aarbecht. Wann s du decidéiers dech der Bahâ’i Gemeng
unzeschléissen, wier ech wierklech immens frou. Da wäerts du mat eis un der Konstruktioun, um Bau vun dëser
Eenheet deelhuelen. Mir ginn eis all Méi eis Gedanken an dat wat mir maachen, mat eisem Glawen un d’Eenheet
vun der Mënschheet ze verbannen. Engem Krichsgedanke sollte mir direkt mat engem Friddensgedanken äntweren.
E Gedanke vun Haass sollte mir direkt mat engem Gefill vu Léift tauschen. Mir sollen alles maachen wat méiglech
ass, fir manner Virurteeler ze hunn. Si hënneren eis drun, eng besser Welt ze bauen. Vill Texter an de Bahâ’i
Schrëfte weisen eis de Wee vun der Eenheet a weisen eis wéi mir deenen aneren hëllefe kënnen dee selwechte Wee
ze huelen.
Hei dësen Extrait aus de Schrëften: „Bahâ'u'llâh huet de Krees vun der Eenheet gezeechent. Hien huet e Plang
gemaach fir all Mënschen ze vereenen a si zesummenzebréngen ënnert dem Schiet vum Zelt vun der universeller
Eenheet. Dat hei ass d’Wierk vun der helleger Guttheet, a mir sollen eis mat Häerz a Séil Méi ginn, dës Eenheet
ënnert eis ze realiséieren. Sou laang wéi mir dru schaffen, wäerte mir Kraaft kréien. “ 3
266 De Baha’i Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 3/7
Sendung 266, lOten an 1 lte Juni 2005. An eise leschten zwou Emissiounen hu mir eng Aféierung an de Bahâ’i
Glawen héieren, dass de Bahâ’i Glawen eng Weltrelioun ass, mam Zil dass all Rassen an all Vëlker kënnen an
engem gemeinsame Glawen zesummekommen. Mir hu weider héieren dass ee Gott selwer a senger Essenz net ka
kenneléieren. Genee sou kann och d’Bild säi Moler, säi Schëpfer net verstoen. D’Ursaach hannert eiser Kreatioun,
eiser Schëpfüng, ass d’Léift. De Schräiner ass frou mat senger Kreatioun, sengem Schaf, sengem Stull. De
Kënschtler ass frou mat sengem Wierk. Mir hu gesinn, wéi Gott sech de Mënsche weist. Esou wéi d’Sonn ze staark
1 Ruhi 6, section 7, Bahâ’u'llâh, Gleanings, CXX
2 Ruhi 6, section 9
3 ‘Abdu'l-Bahâ, Causeries, p.73-4
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 196 -
ass, fir direkt bei eis erofzekommen, schéckt si eis d’ Stralen, déi eis Hëtzt a Liewe ginn. Op déi Manéier schéckt
Gott eis seng Offenbarer, seng Propheten, seng Manifestatiounen, fir eis geeschtegt Liewen ze ginn, fir eis de Wee
ze weisen, fir eis seng Léier der Mënschheet unzebidden, ze offréieren. Mir entscheede schlussendlech wat mir
domat maachen. Wa mir elo wëllen d’Hëtzt an d’Léift vu Gott kréien, musse mir an d’Liicht goen. Mir musse wéi e
Spigel sinn, dee propper ass, wou kee Stëbs drop ass. Da kënne mir d’Liicht vu Gott a vu senger Manifestatioun
spieren an dovunner Notzen zéien. Jesus Christus ass de Jong vu Gott. Bahâ'u'llâh bedeit Herrlechkeet Gottes.
D’Léiere vu Bahâ'u'llâh sinn a perfekter Harmonie mat de Léiere vu Christus, awer si riichte sech un d’Besoine vun
haut. Et ass haut Zäit fir eng aner Manifestatioun vu Gott.
D’Prinzip vun der Eenheet an der Villfalt, an der Diversitéit, dëst Prinzipp gëtt haut vu ville Mënschen empfonnt.
Mir sinn alleguer d’Friichte vun engem Bam an d’Blieder vun engem Aascht. Mir kommen alleguer vun der
selwechter Wuerzel, mir gehéieren zu der mënschlecher Rass. Sech der Bahâ’i Gemeng uschléissen heescht um Bau
vun dëser Eenheet deelzehuelen. Einfach ass et net, mee passionant.
Souwäit zu de leschten zwou Emissiounen. Virurteeler vun all Zort sinn déi gréisste Barrière fir Eenheet an der
Diversitéit ze erreechen.
Bahâ'u'llâh gouf 1817 zu Teheran, der iranescher Haaptstad gebuer. 1 Schonn als Kand, war Hien erstaunlech. Hien
ass doheem erzu ginn, mee Hien huet net missten an d’Schoul goen, well Hie vu Gott ugebuerent Wësse krut.
Bahâ'u'llâh koum ass enger adleger Famill, an als jonke Mann, krut Hien e wichtege Posten um Haf vum Kinnek
ugebueden, deen Hie refuséiert huet. Hien huet léiwer seng Zäit domat verbruecht, den Ënnerdréckten ze hëllefen,
de Kranken an Aarmen ze hëllefen, a sech vir Gerechtegkeet anzesetzen.
Et si virun allem zwee Aspekter aus dem Liewe vu Bahâ'u'llâh déi ech emimme wëll. Een ass d’Leiden, wat Hien
huet missen erdroen. Deen aneren ass deen immensen Afloss deen Hien op d’Häerzer an d’Geeschter vun de Leit
hat. Dës zwee Aspekter charakteriséieren all d’Propheten an d’Manifestatioune vu Gott.
D’Leide vu Bahâ'u'llâh hunn ugefaang wéi Hie sech erhuewen huet fir d’Saach Gottes ze verbreeden. Säi Liewe war
e Liewen am Exil, Prisong a Verfollegungen. Hie gouf an engem trauregen an däischtere Prisong zu Teheran a
Kette gehalen. Véier mol gouf Hie vu Land zu Land exiléiert, fir zum Schluss an d’Prisongsstad vun Akka am
ottomanesche Räich geschéckt ze ginn. Sou grouss ware seng Leiden dass fir Hien Akko « dee gréisste Prisong »
war.
Déi zwee mächteg Regiemnge vun der Zäit, de Schah vum Iran an den ottomaneschen Herrscher, hunn alles
probéiert fir sech géint Bahâ'u'llâh a Seng Léieren ze erhiewen. Mee d’Luucht vun der Wourecht ass net einfach aus
ze kréien. D’Waasser selwer wat op d’Feier geschott gëtt fir d’Flamen ze läschen, gëtt zu Uelech, an d’Feier brennt
mat nach méi enger Intensitéit. Näischt konnt gemaach ginn fir deen ëmmer méi groussen Afloss vu Bahâ'u'llâh ze
verhënneren. Wat d’Autoritéiten Hie méi wäit an den Exil geschéckt hunn, wat d’Zuel vun de Leit déi vu Senge
Léieren ugezu ware, an déi Seng Muecht a Seng Majestéit unerkannt hunn, méi grouss gouf. Trotz der konstanter
Verfollegung, huet Bahâ'u'llâh weider d’Wuert vu Gott offenbaart, an dat wärend méi wéi véierzeg Joer. Hien huet
der Welt souvill Léift an Energie bmecht, dass zum Schluss d’Victoire vu Senger Saach sécher ass.
Bahâ'u'llâh ass 1892 gestuerwen. Säi Mausoleum, dee fir eis déi hellegst Plaz vun der Welt ass, ass ganz no bei der
Stad Akko, haut an Israel, net wäit ewech vum Bierg Karmel. Souwäit eis kuerz Aféiemng iwwer de Bahâ'i Glawen.
Iwweregens hat ech zesumme mat menger Fra, d’Geleeënheet, vim kuerzem eng Pilgerrees an Israel ze maachen, a
mir wäerten demnächst eng audiovisuell Presentatioun vun eiser Rees am Bahâ'i Zenter weisen.
267 De Bahä’I Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 4/7
Sendung 267, 17ten an 18te Juni 2005. Mir fiieren haut weider an eiser Aféiemng an de Bahâ’i Glawen. An eiser
leschter Emissioun hu mir gesinn dass all Manifestatioun vu Gott, all Prophet éischtens vill gelidden huet an
zweetens d’Leit ronderëm immens ugezu ware vun der Persoun vun der Manifestatioun.
Christus huet säi Liewe gi fir d’Mënschheet ze retten. 2 Wéi eng Bedeitung hunn d’Leide vun de Manifestatioune vu
Gott, déi, obscho si allmächteg sinn, fräiwelleg Schmäerz a Peng ze akzeptéieren an op sech huelen, fir dass mir
solle fräi sinn. Eng aner zentral Figur am Bahâ’I Glawen ass de Bâb: Iwwer Hie schwätze mir haut e bëssen.
E puer Joer éier Bahâ'u'llâh seng Missioun proklaméiert huet, huet Gott e speziellen Offenbarer geschéckt fir säi
Kommen ze annoncéieren. Dës grouss Persoun huet als Titel de Bâb, wat op Lëtzebuergesch eng Dier bedeit. Hie
war en fait eng Dier fir d’Wësse vu Gott, eng Dier zu enger neier Era an der mënschlecher Existenz. Wärend sechs
Joer, huet Hien andauerend virausgesot dass d’Komme vun enger neier Manifestatiou vu Gott ganz no wier. Hien
1 Ruhi 6, s.112
2 Ruhi 6, sectl3.p.l 16
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 197 -
huet de Wee fir Säi Komme virbereet. Hien huet de Leit gesot dass si géifen den Ufank vun engem neien Zäitalter
erliewen, den Ufank vum Dag, dee vu Gott versprach gouf. Hien huet d’Leit agelueden hier Häerzer vum Houfert
vun dëser Welt ze rengegen fir dass si kënnen deen erkennen dee Gott wäert gläich manifestéieren.
Zéchdausende vu Leit hunn de Message vum Bâb akzeptéiert an ugefaang Seng Léieren unzewenden. Mee déi
iranesch Regierung an hire mächtege Clergé deen iwwer d’Massen herrscht, hu sech géint Hien erhuewen. Seng
Unhänger goufe verfollegt a vill vun hinne goufen higeriicht. De Bâb selwer gouf e Martyr mat 31 Joer. Op Uerder
vun der Regierung gouf Hien erschoss, an dat vun engem Regiment vun Zaldoten, déi Hien op enger ëffentlecher
Plaz ugestréckt haten on op Hie geschooss hunn. D’Wierder vum Bâb si staark. Hei zwee Gebieder vun Him:
„ Wien ausser Gott hëlt Schwieregkeeten ewech? So: Gelueft sief Gott! Hien aleng ass Gott! All si Seng Dénger an
all sti si ënnert Sengem Gebot! “
„So: Gott geet allen duer, an iwwer alles. Näischt, weder an den Himmelen, nach op der Äerd, ausser Gott kann
duergoen. A Wierklechkeet, ass Hie selwer deen dee weess, deen deen ënnerstëtzt, den Allmächtegen. “
Vill Bahâ’i kenne ganz besonnesch dat éischt Gebiet a soen et an Zäit vu Schwieregkeeten.
Nodeem de Bâb erschoss gouf, hu seng Unhänger d’Reschter vu sengem Kierper geholl, a si goufe vu enger Plaz op
déi aner transportéiert a verstoppt, virun de Géigner vum Glawen. Zum Schluss koumen d’Iwwerreschter vum Bâb
op de Bierg Karmel, am Hellege Land. Jidderee deen an Israel war a virun allem zu Haifa, kann de Mausoleum vum
Bâb mat sengen herrlechen Terrassen net iwwersinn. Haifa ass haut den drëttgréissten Hafen an Israel. Zesumme
mat Akko, der fréierer Prisongsstad, déi och um Mier läit, sinn dës zwou Stiet haut dat administratiivt a geeschtegt
Weltzentrum vum Bahâ’i Glawen: dat geeschtegt Zentrum well et ass do wou d’Mausoleume vum Bâb a Bahâ'u'llâh
sinn, wéi och déi aner helleg Plazen, an dat administratiivt Zenrum well de Sëtz vum héchste Bahâ’i Gremium,
d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet, och um Bierg Karmel ass.
268 De Bahä’I Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 5/7
Sendung 268, 24ten an 25te Juni 2005. Mir fueren haut weider an eiser Aféierung an de Bahâ’i Glawen. 1 Déi
wichtegst Iddi, dee wichtegste Gedanken an eisem Liewen als Bahâ’i ass deen, dass mir e Bündnis, eng Alliance
mat Bahâ'u'llâh gemaach hunn. Wéi dir wësst, gouf et an all den anere Reliounen, nom Doud vun der
Manifestatioun, also nom Doud vu Jesus, nom Doud vu Mohammet, vill Streidereien. D’Konsequenz dovunner war
d’Divisioun vun der Relioun an eng grouss Zuel vu Sekten. D’Ursaach vun der Désunioun war heiansdo d’Léift fir
d’Muecht vu verschidden ambitiéis Persounen. Mee wann et Meenungsverschiddenheeten tëschent de Gleewegen
goufen, wat d’Bedeitung vun de Wierder vun der Manifestatioun ubelaangt, hat keen d’Autoritéit vun der
Manifestatioun selwer kritt, fir des Désaccorden ze léisen. An domat goufen et natierlech nach méi Konflikter a
Streidereien. All Kéier wann et nei Interpratioune gouf, ass domat och eng nei Sekt entstanen.
Bahâ'u'llâh huet säi Glawe virun esou Divisiounen geschützt, an dat mat engem eenzegartege Pouvoir, d’Muecht
vun der Alliance. Viru Sengem Doud, huet Hie ganz kloer a schrëftlech gesot, dass no Him, all d’Bahâ’i sech
sollten zu Abdu’l-Bahâ zoudréien, säin eeltste Jong. Hien ass deen eenzegen Interpret vu Senge Wierder an
d’Zentrum vun der Alliance. 'Abdu'l-Bahâ gouf vu Bahâ'u'llâh selwer erzunn. Vu Kandheet un huet Hien d’Statioun
vu sengem Papp erkannt an huet mat Him gelidden. Hie war de wäertvollste Kadeau deen der Mënschheet offréiert
gouf. 'Abdu’l-Bahâ ass d’perfekt Beispill vun all de Bahâ’i Léieren.
'Abdu’l-Bahâ huet 77 Joer gelieft. Hie gouf gebuer an der Nuecht wou de Bâb seng Missioun deklaréiert huet, 1844
an Hien ass am November 1921 gestuerwen. Säi Liewe war voll mat Schwieregkeeten a Leed, mee awer
jidderengem, deen Hie begéint huet, krut déi gréisste Freed an dat gréisste Gléck. Nom Doud vu Sengem Papp,
louch d’Verantwortung vun der Bahâ’i Gemeng op Senge Schëlleren. Hien huet Dag a Nuecht de Glawen am
Okzident an am Orient verbreet. Hien huet dausende vu Bréiwer u Leit a Gruppe geschriwwen, an dat iwwerall an
der Welt. Hien huet domat och d’Léiere vu Sengem Papp erkläert a méi kloer gemaach. Seng Interpretatiounen sinn
elo e wesentleche Bestanddeel vun de Schrëften am Bahâ’i Glawen.
Mat 'Abdu’l-Bahâ als Zentrum vun der Alliance vu Bahâ'u'llâh, bleiwen d’Bahâ’i uechter d’Welt vereent an hire
Beméiungen e Bahâ’i Liewen ze liewen an eng nei Zivilisatioun ze schafen. Mir denken un eist Verspriechen vis â
vis vu Bahâ'u'llâh, een deen anere gär ze hunn, an mam 'Abdu’l-Bahâ gesi mir dat perfekt Beispill vun engem dee
gär huet. Mir erënneren eis, dass mir sollen d’Gerechtegkeet verteidegen, generéis sinn, dass mir net d’Feeler vun
den anere solle gesinn. Et ass duerch d’Beispill vun 'Abdu’l-Bahâ wou mir d’Gerechtegkeet léieren, Generositéit an
d’Verzeiung. Méi wéi alles, wa mir eis op 'Abdu'l-Bahâ konzentréiren, si mir eiser Alliance mat Bahâ'u'llâh
1 Ruhi 6,sectl5,p.ll8
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 198 -
bewosst, well mir d’Eenheet vu sengen Unhänger net zerbrieche loossen, a vereent an enger Weltgemeinschaft, mir
dorunner schaffe bis d’Eenheet vun der Mënschheet voll a ganz etabléiert ass.
A Sengem Testament, huet 'Abdu’l-Bahâ Säin E nk elkand als Hidder vum Glawen ernannt. Nom Doud vun 'Abdu’l-
Bahâ, hat Schoghi Effendi d’Autoritéit fir d’Léiren ze interpretéieren. Wärend 36 Joer huet hien d’Aarbecht vu
sengem Grousspapp weidergefouert. Hien huet d’Schrëfte vun der Manifestatioun clarifiéiert an hien huet de
Glawen an allen Deeler vun der Welt fest etabléiert. Fënnef an en halleft Joer no sengem Doud, hunn d’Bahâ’i vun
der Welt d’Universelt Haus vun der Gerechtegkeet gewielt, sou wéi Bahâ'u'llâh dat virgesinn hat, a sou wéi dat
kloer vun 'Abdu’l-Bahâ a vum Hidder beschriwwe gouf. D’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet ass déi
héchsten Institutioun vum Glawen an all Bahâ’i op der Welt dréinen sech dëser Institutioun haut zou.
269 De Bahä’i Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 6/7
Sendung 269, lten an 2te Juli 2005. Ee vun de wichtegsten Aspekter vun all Relioun betrëfft d’Gesetzer déi
d’Manifestatioun der Mënschheet bréngt fir si op de richtege Wee ze leeden. Verschidde vun dëse Gesetzer a
Virschrëfte si fir ëmmer, anerer changéiere mam Fortschrëtt vun der Mënschheet a senger Evolutioun. Am Glawen,
léiere mir d’Gesetzer net einfach als eppes ze gesinn wat ee maache muss oder net maachen däerf. Bahâ'u'llâh seet
eis dass seng Gesetzer „d’Luuchte vu menger léiwer Féierung ënnert mengen Denger sinn, d’Schlëssele vu menger
Baarmhäerzegkeetfir meng Kreaturen. Mir sollten de Gesetzer och net einfach follegen aus Angscht virun enger
Strof, well a sengem hellegste Buch steet ganz kloer: ,, Beuecht meng Gesetzer aus Léift zu menger Schéinheet. “
Mat e puer Beispiller vun de Gesetzer vu Bahâ'u'llâh gëtt et méi kloer. An dëser physescher Welt musse mir all Dag
iessen. De mënschleche Kierper brauch dat. Wa mir et net maachen, gi mir krank a mir kënne séier stierwen. Mir
kënnen dofir soen, dass reegelméissegt, deeglecht Iessen e Gesetz vun der physescher Existenz ass, där mir follege
mussen. Genee sou fanne mir eng vun den Uweisunge vu Bahâ'u'llâh, dass mir all Dag biede sollen. Wéi eise
Kierper brauch och eis Séil konstant Nahrung. D’Gebiet gëtt eis dës Nahrung fir eise geeschtege Wuesstum. De
Bâb, Bahâ'u'llâh an ’Abdu'l-Bahâ hu wonnerbar Gebieder offenbaart. Mir kënne se soe wa mir aleng sinn oder wa
mir mat aneren zesumme sinn. Verschidde Gebieder si besonnesch, anerer sinn obligatoresch. Ee vun dëse Gebieder
gëtt vun de Bahâ’i all Dag tëschent Mëtteg an dem Sonnenënnergank gesot. Et geet esou: „Ech sinn Zeien, o mäi
Gott, dass Du mech erschafhues, fir Dech ze erkennen an Dech unzebieden. Ech bekennen an dësem Abléck meng
Schwächt an Deng Muecht, meng Aarmut an Däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser Dir, Deen deen hëlleft a
Gefor, Deen deen duerch Sech selwer ass.“
Am Bahâ’i Glawen ass et verbueden schlecht iwwer aner Leit ze schwätzen. Et ass wichteg, well wann een e bësse
nodenkt gesäit een dass de Beschass ee vun de gréisste Feinde vun der Eenheet ass. Leider gëtt de Beschass vun
enger grousser Majoritéit vun der Mënschheet praktizéiert, dat heescht also vun de Feeler vun deenen anere
schwätze wann si net do sinn. Jidderee schéngt sech Suergen ze maachen iwwer d’Schwächte vun den aneren.
Wann een dann och nach andauernd dovunner schwätzt, ginn se och nach méi grouss. Abdu’l-Bahâ seet eis mir
solle genee de Géigendeel maachen. Wa mir zéng Qualitéite bei engem gesinn an eng Schwächt, sollte mir eis op
seng Qualitéit konzentréieren. A souguer wann eng Persoun zéng Schwächten huet an eng Qualitéit, sollte mer
nëmmen dës Qualitéit gesinn.
Schlecht iwwer aner schwätzen, d’Médisance blesséiert vill Leit, sief et op der Aarbecht, an der Schoul oder an der
Famill. Bahâ'u'llâh seet: „ ... Héier näischt schlechtes a lauschter näischt schlechtes; erniddreg dech net a
beschwéier dech net. So näischt schlechtes fir dass du näischt schlechtes héiers, a vergréisser d’Feeler net vun
deenen anerenfir dass deng eege Feeler manner grouss erschéngen; wënsch kengem Erniddregung, fir dass deng
eegen Erniddregung net gewise gëtt. Verbréng also d ’Deeg vun dengem Liewen, déi méi kuerz sinn wéi en Abléck,
mat engem onbefleckte Geescht, engem propperen Häerz, renge Gedanken an enger gehellegter Natur, fir dass du,
firäi an zefridden, dës stierflech Form verloosse kanns,fir an d’mvstescht Paradis ze goen a fir ëmmer am éiwege
Kinnekräich ze wunnen .“
Am Bahâ’i Glawen sinn den Alkohol an d’Droge verbueden. Den Alkoholkonsum ass haut ee vun de gréissten
Iwwel vun der Gesellschaft, an dat weltwäit. Et ass mat aneren eng vun den éischten Ursaache vu Gewalt an heefeg
dréit den Alkohol dazou bäi e gesond Familljeliewen ze zerstéieren. Et ass en fait schwéier ze verstoen firwat Leit
eppes dré nk en wat en Afloss op hire Verstand huet a wou si d’Kapazitéit verléieren, kloer ze denken. Drénke bréngt
Leit dozou, schlëmm Saachen ze maachen, an dobäi si mir eedel an nobel erschaf ginn.
1 Ruhi 6, Section 17, p. 121
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 199 -
270 De Baha’i Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 7/7
Sendung 270, 8ten an 9te Juli 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer. Eng vun de schéinste Léiere vu Bahâ'u'llâh ass
déi, dass d’Elteren an d’Gesellschaft d’Obligatioun hunn d’Kanner ze erzéien. An de Schrëfte vun 'Abdu'l-Bahâ
liese mir dass d’Kanner solle mat Häerz a mat Liewen erzu ginn. « Si sollen erzu ginn an der Schoul vun der
Dugend an der Perfektioun. Doranner solle si net noléisseg sinn ; si sollen efficace sinn. Et wier wierklech besser
dass e Puppelchen net lieft, wéi dass et ignorant ass. Well dëst onschëllegt Kand, spéider a sengem Liewen, kritt
onzieleg Défauten, ass verantwortlech viru Gott a gëtt vu Gott gefrot. Et gëtt vun de Leit rejetéiert. Wat wier dat
eng Sënn an eng Noléissegkeet! » « Alles soll gemaach ginn, Jongen a Meedercher op déi selwecht Aart a Weis ze
erzéien : et gëtt keen Ënnerscheed tëschent hinnen. Ignoranz vun deenen zwee an d’Negligenz ass condamnéiert.
« Sinn déi gläich déi wëssen an déi, déi net wëssen? »
Uechter d’Land gëtt et esou eng Rei vu Bahâ'i Kannerklassen, déi op sinn fir all Kanner aus der Ëmgéigend a wou
et an der Haaptsaach ëm d’Bäibrénge vun Dugende geet.
Als Bahâ'i, wann een e Kolleg oder e Member vun der Famill invitéiert sech dem Bahâ'i Glawen unzeschléissen,
heescht dat net einfach d’accord si mat engem Ensemble vu schéine Prinzipien. En fait ass de Bahâ'i Glawen eng
ganz organiséiert Relioun mat engem héijen Zil : d’Vereenegung vun der ganzer mënschlecher Rass. Et kann ee
soen dass d’Aarbecht vun de Bahâ'i déi ass, eng Weltzivilisatioun opzebauen. Den héchste Bahâ'i Gremium seet eis
dass dräi Akteuren un dësem Wierk deelhuelen, a jidderee spillt eng wichteg Roll. Den éischten Akteur ass deen
eenzelne Gleewegen. Deen zweeten ass d’Gemeng, an deen drëtten Akteur sinn d’Institutioune vum Glawen.
Den éischten Akteur, de Gleewegen mécht säi Bescht fir all Dag d’Léire vu Bahâ'u'llâh ze liewen an der
Mënschheet en Déngscht ze erweisen. Hien ass sech awer stets bewosst dass säi Liewen net mam Doud ophält an
dass seng Bezéiung mat Gott éiweg ass. Nom Doud ginn eis Séile fräi a fueren éiweg weider an hirem Fortschrëtt zu
Gott. Eist Liewen ass vergläichbar mat deem vun engem Embryo am Bauch vu senger Mamm. Wärend neng Méint
entwéckelt d’Kand Fäegkeeten : fir ze kucken, ze richen, unzepacken, an sou weider. Hie brauch dat duemo, no
senger Gebuert. Genee sou musse mir hei op dëser Welt eis geeschteg Fäegkeeten entwéckelen, déi mir an den
anere Welte vu Gott brauchen. Dat geet natierlech net nëmmen andeems mir dmn denken. Mir musse schaffen,
deene ronderëm eis hëllefen, an dat wat mir wësse mat aneren deelen.
Den zweeten Akteur ass d’Gemeng, d’Communautéit. D’Mënsche goufen net erschaf fir eleng ze liewen. Mir
liewen a Gemeinschaften a mir musse schaffe fir eng nei Zivilisatioun ze bauen. Déi nootste Gemeng ass déi wou
mir wunnen, mat de Bahâ'i vun eiser Stat oder eisem Duerf. Et ass do wou mir léieren, ee mat deem aneren ze
kooperéieren, zesummen ze wuessen a méi vereent ze sinn. Mir sinn awer och Membere vun enger nationaler a
Weltcommunautéit, déi andauernd wiesst a Leit vun all Rassen, Nationalitéiten a reliéisen Urspréng unzitt.
D’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet seet eis dass d’Institutioune vum Glawen den drëtten Akteur vun der
Konstruktioun vun enger neier Zivilisatioun ass. Verschidde Léiere vu Bahâ'u'llâh bezéien sech op d’Aart a Weis
wéi d’Gesellschaft sollt organiséiert sinn. An der Vergaangenheet hunn d’Manifestatioune vu Gott net vill erkläert
wéi hir Unhänger sech organiséiere sollten an d’Leit hu misse selwer erausfannen wéi si et maache sollten. Mee am
Bahâ'i Glawen huet Bahâ'u'llâh säin eegent administratiivt System bruecht. Hie sot eis wéi eng Institutioune mir
schafe sollten, wéi si sollte fonktionéieren a wéi d’Mënschheet sollt regéiert ginn.
271 Qne Common Faith - Ee gemeinsame Glawen
Sendung 271, 15ten an 16te Juli 2005'. Léif Radio ARA Nolauschterer. Virun dräi Joer huet den héchste Bahâ’i
Gremium sech an engem opene Bréif un déi reliéis Leadere vun der Welt geriicht. Dës Aktioun gouf gemaach, well
et ëmmer méi kloer gouf, dass zur Zäit en Haass tëschent de Relioune besteet. An dat ass eng Krankheet, déi ee
behandele muss. Et ass eng Krankheet déi eng Bedrohung ass, vun där bal keen Deel vun der Welt ausgeschloss ass.
Eng Krankheet mat uerge Konsequenzen. Dëse Bréif un déi reliéis Leadere vun der Welt bestätegt och wéi wichteg
den Dialog tëschent de Reliounen ass. Zu Lëtzebuerg ass et dësen interreliéise Grupp AGIR, deen dësen Dialog
féiert. Bahâ’f maachen do scho ganz laang mat. Trotz dëse Beméiungen, sou schréift den héchste Gremium, musse
mir riichtaus soen, dass wann déi reliéis Krisis soll sou seriö geholl ginn wéi dat mat anere Virurteeler de Fall ass,
déi d’Mënschheet befällt, da muss déi organiséiert Relioun an hir selwer e gewësse Courage fannen, fir sech vu
festgeluechte Konzeptiounen aus enger noer Vergaangenheet ze befreien.
Den héchste Gremium ass iwwerzeegt dass d’Zäit komm ass wou d’reliéis Leaderen éierlech an ouni Auswäichung
sech den Implikatioune vun enger Wourecht musse bewosst ginn: Et gëtt nëmmen ee Gott, an iwwer all
Verschiddenheet vu kultureller Expressioun a mënschlecher Interpretatioun hinaus, de Fait, dass et och nëmmen eng
Relioun gëtt. Dass d’Relioun eng ass. Et war dës Wourecht déi ganz am Ufank, a wärend deene leschten honnert
1 One Common Faith, Foreward, BIC, 2005
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 200 -
Joer, den interreliéisen Dialog ugereegt huet. Et geet guer net drëm fir d’Gültegkeet vun iergendenger vun de
groussen offenbaarte Glawen ze bezweiwelen. De Prinzip, dass Gott een ass an dass d’Reboun eng ass, huet
d’Kapazitéit fir dass d’Reliounen hir Relevanz weider behalen. Awer dofir muss een och am Kär vum reliéisen
Discours dës Realitéit akzeptéieren an unerkennen.
Wéi 2002 dëse Bréif un déi reliéis Leadere vun der Welt verdeelt gouf, war den Echo am allgemenge gutt. Vill vun
hinne ware ganz éierlech a verzweiwelt well si gesinn dass déi reliéis Institutiounen et net fäerdegbruecht hunn der
Mënschheet ze hëllefen. Hëllef mat Erausfuerderungen déi an hirer wesentlecher Natur geeschteg a moralesch sinn.
Diskussiounen hu sech mat der Noutwendegkeet befaasst dass fundamental Ännerungen néideg sinn, an dat an der
Manéier wéi déi Gleeweg mateneen ëmginn, wéi si zuenee stinn. Den héchste Bahâ’i Gremium hofft, dass hir
Initiativ vun dësem opene Bréif un déi reliéis Leaderen als e Katalisator dénge wäert, fir sou de Wee opzemaachen
zu engem neie Verständnes iwwer den Zweck vun der Relioun.
Bahâ’i iwwerall op der Welt hunn hir Verantwortung fir de Message vu Bahâ'u'llâh mat aneren ze deelen. Awer den
ëmmer méi séieren Zerfall vun der sozialer Uerdnung verlaangt verzweiwelt duemo dass de reliéise Geescht nees
kapabel gëtt en Afloss ze hunn deen heele kann.
Fir dësem Besoin entgéintzekommen, ass et wichteg de Prozess ze verstoen, duerch deen d’geeschtegt Liewe vun
der Mënschheet sech entwéckelt. D’Schrëfte vu Bahâ'u'llâh ginn eis Asiichten déi eis hëllefen Diskussiounen iwwer
Reliéis Themen ze féieren. „ Reliéise Fanatismuss an Haass, “ waarnt Bahâ'u'llâh, „sinn e Feier, déi d’Welt
verschléckt, an eng Gewalt déi net ka geläscht ginn. D 'Hand vun der gëttlecher Muecht aleng, kann d’Mënschheet
vun dëser uerger Affliktioun hefreien. ... “
D’Erausfuerderunge vun eiser Zäit verlaangen dass mir eis Froe stellen an zesumme Léisunge fannen. Iwwerall
ginn et Leit déi domat ufänken, egal wéi eng Relioun se hunn an och wa si keng reliéis Neigung hunn.
Souwäit dës Aféiemng zu engem neien Dokument: One Common Faith - Ee gemeinsame Glawen, iwwer dat mir an
eisen nächsten Emissioune nach méi wäerte schwätzen. Iech Radio ARA Nolauschterer en erhuelsame Weekend.
272 Buchvirstellung: D’Duechter vun engem Prophet
Sendung 272, 22ten an 23te Juli 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer. Ech si frou iech haut kënnen en neit Buch
virzestellen. Et ass op Englesch an heescht: Prophet’s Daughter, a storv of an exceptional woman. Den Auteur vum
Buch ass Dr. Janet Khan a si erzielt d’Geschicht vun der Bahiyyih Khanum, der Duechter vu Bahâ'u'llâh, Begrënner
vum Bahâ’i Glawen. Si huet vun 1846 bis 1932 gelieft a si kmt d’Haaptverantwortung iwwer d’Administratioun
vun enger onofhängeger Weltrelioun, an dat an enger kmzialer Zäit an der Entwécklung vun der jénkster
Weltrelioun, dem Bahâ’i Glawen. D’Buch beschreift d’Liewe vun der Duechter vu Bahâ'u'llâh a gouf fir d’éischt op
der BookExpo Amerika zu New York am Juni presentéiert.
D’Buch beschreift alles dat wat d’Bahiyyih Khanum erreecht huet an hir aussergewéinlech Fäegkeet mat
Schwieregkeeten eens ze ginn. D’Buch gëtt all deenen Encouragement an Hoffnung, déi sech Gedanke maachen op
d’Mënschheet et fäerdeg bréngt Ignoranz, Virurteeler a Repressioun ze bekämpfen. D’Autorin ass Member vum
Département de Recherche am Bahâ’i Weltzentrum zu Haifa, Israel. Si huet en Doktorat an der Berodung an
zesumme mat hirem Mamm den Dr Peter Khan hu si 1998 e Buch geschriwwe mam Titel: The Advancement of
Women: Eng Bahâ ’i Perspektiv.
Dëst Buch, „d’Duechter vum Prophet“, analiséiert déi wesentlech Roll, déi d’Bahiyyih Khanum an der
Entwécklung vum Glawe senger administrativer Struktur gespillt huet an d’Ervirtrieden als e weltwäite Glawen.
„An der Mëtt vum 19te Jorhonnert an Ufanks dem 20te Jorhonnert, wéi d’Fraen aus dem mëttleren Osten
gréisstendeels onsiichtbar waren, un d’Heem gebonnen, ouni iergendeng Erzéiung a soziale Status, war d’Bahiyyih
Khanum aktiv an den dramatesche Jore vum Bahâ Y Glawen “ sot Dr. Janet Khan.
D’Buch illustréiert wéi si kulturell Restriktioune vun hirer Zäit iwwerwonnen huet. Als Kand schon huet si mat
hirer Famill gelidden, wéi d’Autoritéiten a Persien hir d’Heem mat all hirem Besëtz konfiskéiert hunn, a si zum
Schluss an den Exil geschéckt hunn, an Akko, am hellege Land. Hir Roll an der fréier Geschicht vum Bahâ’i
Glawen war anescht zu verschidden Zäiten. Et ass kloer dass si schonn an hirer Kandheet e Verständnis vun hirem
Papp sengem Status hat an där neier reliéiser Offenbarung déi hie bruecht huet.
Bahâ'u'llâh ass 1892 verscheet an huet Säin eelste Jong, ’Abdu'l-Bahâ als Säin Nofolger emannt. Tëschent 1911 an
1913, wéi ’Abdu'l-Bahâ an Europa an Amerika gereest ass, huet Hie Senger Schwëster, déi du Mëtt fofzeg war,
d’Verantwortunge vun der deeglecher Administratioun vum Glawen uvertraut.
Wärend hire Bmdder fort war, huet d’Bahiyyih Khanum sech ëm Dignitairen an héich Gäscht bekëmmert, huet sech
mat de Bahâ’i Pilger getraff an huet sech ëm d’Affäre vun der grousser Famill vun ’Abdu'l-Bahâ bekëmmert. Wéi
hire Brudder huet si den Aarme gehollef an de Kranke medezinesch Fleeg ginn.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-201 -
Eng aner bedeitend Phase an hirem Liewe koum nom Doud vun ’Abdu'l-Bahâ, 1921. A Sengem Wëllen an
Testament, huet ’Abdu'l-Bahâ Säin eelstent Enkelkand Shoghi Effendi als Nofolger a Chef vum Glawen ernannt,
mam Titel Hidder.
Hien hat eréischt 24 Joer a war schockéiert vum plëtzlechen Doud vu sengem Grousspapp a war sech senger
schwéierer Aarbecht bewosst. Fir sech op dës onerwaart Verantwortung virzebereeden huet hien déi nächst dräi Joer
wärend laange Perioden seng Zäit mat Kontemplatioun, Gebiet a Plangen an der Schwäiz verbruecht. An där Zäit
huet hien dem Bahiyyih Khanum d’Aufgab ginn, sech ëm d’Bahâ’i Gemeng ze këmmeren.
Dat huet geheescht dass fir d’éischte Kéier an der Geschicht eng Frau ernannt gouf fir d’Affairë vun enger
Weltrelioun ze leeden. A Shoghi Effendi hat d’Vertrauen dass d’Bahiyyih Khanum dës Aufgab mat Erfolleg
iwwerhuele géif. Si hat déi néideg Kompetenzen a Charakterqualitéiten fir dat ze maachen. Si hat eng Visioun wéi
de Glawe sech entwéckele géif, well si d’administratiivt Uerder vu Bahâ'u'llâh verstanen hat.
Duerch hir Korrepondenz mat Bahâ’i Gemengen weltwäit huet si den Iwwerganksprozess tëschent dem Hischeede
vun ’Abdu'l-Bahâ, der Nofolleg vu Shoghi Effendi als Chef vum Glawen an de Wale vun de geeschtege Réit
erliichtert. Si hat net nëmmen eng héich rafméiert Geeschtegkeet, mee si war och eng Fra mat vill Stäerkt an engem
Sënn fir dat Praktescht. Si war e Prisonéier mat sechs Joer, awer ëmmer optimistesch an huet déi aner ermuddegt,
ëmmer op d’Aktioun ausgeriicht. Eng Frau déi ëmmer no vir gekuckt huet.
„D ’Buch wëllt déi Aspekter vun hir analiséieren, déi fir eis elo nach weider eng Relevanz hunn, fiir Mann a Fra, an
net nëmmen elo mee och an der Zukunft“ sot d’Dr. Khan. Dir kritt d’Buch Prophet’s Daughter am Bicherbutték
oder iwwer Amazon.
273 La parole cachée - Dat verstoppte Wuert - La tribu des malakoum
Sendung 273, 29ten an 30te Juli 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer, leschte Weekend war eng Trupp vun zéng
jonke Leit mat hirem Coach de Bernard Rochas fir dräi Owenter am Art Café am Haff vum Kapuzinertheater.
Sechsmol hu si hiert Stéck: La parole caché virun engem interesséierten a begeeschterte Publikum virgedroen.
D’Theaterstéck dréit sech ëm Gewalt, Krich, Exklusioun, Aarmut, Verknaschtung a Korruptioun. Wann d’Stéck
sech och an enger biblescher Zäit ofspillt, hunn d’Zäite sech net vill geännert. Wéi kann een déi mënschlech Séil
verstoen. Mat all dëse Schwieregkeeten, kommen och hei am Stéck Leit zur Geltung, déi sech géint dës
Ongerechtegkeet wieren, déi eppes wëlle maachen, an dobäi och hiert Liewe kënne verléieren. Si setzen sech a fir
Gerechtegkeet, Eenheet, Léift a Fridden. An dëser Fabel sangen d’Akteuren och. Et si Gesäng vun Hoffnung, dass
enges Dags eng Erliichtung kënnt. Schued dass ee vun de Lidder op Esperanto ass, an do versteet een näischt. En
Ufank vun enger Léisung vun eisen haitege Problemer gesäit een an de Gesiichter vun dëse Jugendlechen aus
Frankräich, déi eis selwer nees Hoffnung ginn an eng besser Welt. Et sinn dat keng Utopien, mee konkret
Léisungsvirschléi, déi mir an eis selwer fir d’éischt fannen, Qualitéiten an Dugenden, wéi Eierlechkeet,
Frëndlechkeet an Hëllefsbereetschaft. Et sinn d’Bahâ’l Schrëften, déi si inspiréiert hunn an déi een och oft am Stéck
héiert.
Hei e puer Passagen aus dem Stéck selwer: „Hei ass Mäin éischte Rot: Dass Du e réngt, guttmiddegt a
stralent Häerz hues, sou dass du onvergänglech Herrlechkeet kriss, onzerstéierbar an éiweg. “
Akteur: „ Well et ass am Häerz vu jidderengem wou een d’Häerz vun der Welt fënnt, ... an et ass an dëser renger
Âerd wou een d’Käere vum Wëssen an der Wäisheet planze muss. “
Scène Sechs: „ Wësst dir netfirwat mir iech alleguer aus dem selwechte Stëbs erschafhunn? Et ass fir dass kee sech
soll iwwer deen aneren erhiewen.“ „Well Mir hunn iech alleguer aus der selwechter Substanz erschaf ass et un
iech, wéi eng eenzeg Séil ze sinn, mam selwechte Schrëtt ze goen, aus engem Mond ze iessen an op der selwechter
Âerd ze wunnen, fir dass am Wiese vun iech selwer, duerch dat wat der maacht an duerch är Wierker, dir kënnt
d’Zeeche vun der der Eenheet an d'Essenz vun der Lassléisung bezeien. Dat ass de Rot deen ech iech ginn, ...” 1
D’Theaterstéck hält dann domadder op, dass déi Jugendlech kuerz erzielen, wat fir si wesentlech ass, fir eng besser
Welt ze schafen: dass all Mënsch nobel a räich erschaf ginn ass, dass a jidderengem Fäegkeeten a Kapazitéite leien,
dass wierklecht Gléck an Zefriddenheet an der Entwécklung vu senge Fäegkeeten an am Déngscht u sengem
Nächste läit, an dass d’Äerd nëmmen ee Land ass an all Mënschen d’Bierger vun deem Land sinn.
Souwäit zum Stéck selwer. Vläicht awer nach méi wichteg war d’Virbereedung zu dësen Opféierungen. Déi zéng
Jugendlecher hunn eng Woch laang zesummen dm geschafft, vu moies bis owes. An do léiert ee vill bäi, wéi zum
Beispill mat aneren zesummeschaffen, déi aner respektéieren a seng Gedold net verléieren. No all Opféiemng gouf
1 Bahâ'u'llâh, Déi Verbuerge Wierdervu Bahâ'u'llâh, 2008
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 202 -
et ëmmer eng Zäit fir Feedback ze ginn, wa méiglech am positive Sënn, eng Zäit vu jidderee sech konnt
ausschwätzen a seng Gefiller deelen.
E grousse Merci un de Coach, deen de Scénario an d’Mise en scène gemaach huet, de Bemard Rochas,
d’Jugendlech déi hiert Bescht ginn hunn, den Art Café, an d’Bahâ’i Gemeng aus der Stad, déi dëse Weekend hei an
der Stad organiséiert hunn.
274 De Wäert vu Geschichten
Sendung 274, 5ten a 6ten August 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer, fir unzefänken eng kleng Geschicht.
D ’Wourecht geet bei d’Leit un d’Diere klappen, awer si kritt net opgemaach. D ’Leit wëllen d’Wourecht sou direkt
net héieren. Dunn iwwerleet d’Wourecht a freet sech: Wat kann ech maachen, fir dass d’Leit mir nolauschteren. A
scho kënnt eng Iddi. D ’Wourecht verstoppt sech, verkleed sech an eng Geschicht. An dës Kéier, wann d’Wourecht
un d 'Diere klappt, seet si de Leit si hätt eng Geschichtfir si. Kann si hir Geschicht verzielen. An déi allermeeschte
Leit wëlle gär eng Geschicht héieren.
Am Bahâ’i Glawen hu mir eng Onmass vu Geschichten, sief et fir e geeschtege Prinzip ze erklären, Geschichte fir
Kanner fir eng Wourecht ze erklären, Geschichten aus dem Liewe vu Bahâ'u'llâh, ’Abdu'l-Bahâ, Shoghi Effendi, déi
ganz kloer weisen, wéi si hiert Liewe gelieft hunn. Geschichte si wéi eng Illustratioun vun enger Wierklechkeet.
Dozou dëse Sproch aus Persien: „Bei engem gudde Riedner fänken d’Nolauschterer u mat den Oueren ze gesinn. “
Eng wonnerbar Quell vu Geschichten ass en neit Buch vum Kambiz Poostchi: Goldene Âpfel, Spiegelbilder des
Lebens, Lehrreiche und humorvolle Geschichten, Weisheiten und Aphorismen aus aller Welt fiir Alltag, Beruf und
Training. Am Buch vum Nossrat Peseschkian am Fischer Verlag fënnt een orientalesch Geschichten, déi hien a
sengem Beruff als Psychotherapeut benotzt. Hien ass iwweregens de Begrënner vun der Positiver Psychotherapie.
Da gëtt et e Buch vum Anthony de Mello, Wo das Glück zu finden ist, Weisheitsgeschichten fürjeden Tag, am
Herder Verlag. A speziell fir d’Kanner gëtt et d’Buch 5 vum Ruhi Institut, wou een drësseg Lektiounen huet. All
Lektioun huet eng Geschicht an zousätzlech Material wéi ee mat de Kanner kann d’Geschichten als Theaterstéck
spillen.
Hei elo eng kleng Geschicht aus der Zen-Traditioun: Déi voll Taass! „Eng Kéier gouf e Meeschter no dem Wee vun
der Wourecht gefrot. Mee an statt dem Rot vum Meeschter nozelauschteren, war de Visiteur déi ganzen Zäit domat
beschäftegt, vu senge Suergen a Schwieregkeeten ze erzielen.Du koum d’Zäit fir eng Taass Téi ze drénken, an de
Meeschter huet ugefaangen erauszeschëdden. Hien huet dem Visiteur d’Taass bis zum Rand vollgeschott, a wär him
de Visiteur net an den Aarm gefall, hätt hie weidergefuer, erauszeschëdden.„Meeschter, wat maacht dir dann
nëmmen “,freet de Visiteur verwonnert, „gesitt dir dann net, dass d’Taass scho ganz voll ass?“„Jo, si ass voll“,
seet de Meeschter, „ an och du bass bis zum Rand vollgeschott mat dengen eegene Gedanken a Virstellungen. Wéi
soll ech dir Wäisheet ginn, wann s du mir keng eidel Taass gëss? “
Bahâ'u'llâh schreift zu dësem Thema am Buch Ährenlese: „Wéi grouss sinn d’Wourechten, déi d’Kleed vun de
Wierder ni faasse kann! Wéi grouss d’Zuel vun deene Wourechten, déi keen Ausdrock treffend beschreiwe kann,
deren hire Sënn ni enthüllt ka ginn, an déi net am entfernteste kënnen ugedeit ginn! Wéi mannegfalteg sinn
d’Wourechten, déi onausgeschwat bleiwe mussen, bis déi festgesaten Zäit komm ass! Sou ass gesot: Net alles wat e
Mënsch weess, kann enthüllt ginn, als zäitgeméiss ugesi ginn, nach kann all zäitgeméiss Âusserung als tauglichfir
d'Faassungskraaft vun deem deen et héiert, eruecht ginn.“
“Wie groß ist die Menge der Wahrheiten, die das Gewand der Worte nie fassen kann! Wie groß die Zahl jener Wahrheiten, die
kein Ausdruck treffend beschreiben kann, deren Sinn nie enthüllt und die nicht im entferntesten angedeutet werden können! Wie
mannigfaltig sind die Wahrheiten, die unausgesprochen bleiben miissen, bis die festgesetzte Zeit gekommen ist! So ist gesagt:
Nicht alles, was ein Mensch weiß, kann enthüllt werden, noch kann alles, was er enthüllen kann, als zeitgemäß angesehen
werden, noch kann jede zeitgemäße Âußerung als tauglich für die Fassungskraft der Hörer erachtet werden. “ !
Even as it hath been said: "Not everything that a man knoweth can be disclosed, nor can evervthing that he can
disclose be regarded as timelv, nor can every timely utterance be considered as suited to the capacity of those who
hear it ." 1 2
275 Konscht am Bahä’I Glawen
Sendung 275, 12ten an 13ten August 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer, Déi 13t Bahâ’i Konschtakademie zu
Sidcot bei Bristol an England hat dëst Joer iwwer 250 Aschreiwungen, mat méi wéi 15 Méiglechkeeten, sech
1 Bahâ ’u ’llâh, Aehrenlese
2 Bahâ ’u ’llâh, Gleanings from the Writings of Bahâ ’u ’llâh, p. 176
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-203 -
kënschtlerech auszedrécken, sief et duerch d’ Sangen, Molen, Skulptur, Perkussioun oder Theater, an dat fir all Alter
vu 5 bis 105. Fir eis war et déi éischte Kéier, dass mir matgemaach hunn, an de Programm huet eis wierklech gutt
gefall. De Kader vun der Schoul war herrlech, eng 15km vu Bristol an der englescher Landschaft net wäit ewech
vun Cheddar a Wells, der klengster Stad an England.
D’Philosophie vun der Akademie baséiert op enger Zitatioun vu Bahâ'u'llâh. Hie schreift: „Den Zweck vun dem
engen, wierkleche Gott ... - dee sech der Mënschheet offenbaart - ass deen,fir déi Eedelsteng ervirzebréngen, déi
verstoppt leien an der Minn vun hirem wierklechen an ënnerem Wiesen.“ 1
An der Brochüre liest ee weider: „Mir gleewen dass jiddereen, ouni Exceptioun verstoppten Talenter huet. Mir
beméien eis an der Akademie iech d’Méiglechkeet an d’Mëttelen ze ginn, dës Talenter ze entdecken a se ze
poléieren. “ Et ass egal op een e Student ass dee seng Diamenten entdeckt oder op e se scho geschlaff a poléiert
huet, et ass een akzeptéiert a respektéiert mat deem wat ee grad huet. D’Akademie wëllt Excellence encouragéieren,
si wëllt spirituell beräichemd sinn, kënschtlerech eng Erausfuerdemng a perséinlech nahrhaft sinn.
D’Akademie dauert eng Woch. Moies geet et u mat engem Morning Focus. Jiddereen ass zesummen fir eng kuerz
Zäit vu Meditatioun a Gebieder an e bësse Moiessport. Da fänken déi éischt zwou Stonne Cours un an nom
Mëttesiessen ginn et nach eng Kéier zwou Stonne Cours. Owes nom Iessen gëtt et ëmmer e gemeinsame Programm,
sief et Karaoke, en Talentowend, eng kënschtlerech Presentatioun oder e Film. Dee leschten Owend weist all Gmpp
wat se wärend der Woch gemaach hunn. Wann dir méi iwwer déi nächst Konschtakademie wësse wëllt, da mellt
iech bei mir um Radio ARA, dem 22 22 89.
Nach e puer Wuert zum Thema Konscht am Bahâ’i Glawen. 160 Joer no der Gebuert vum Bahâ’i Glawe kann een
nach net vu Bahâ’i Konscht schwätzen. Et fënnt een awer an de Bahâ’i Schrëften Ureegungen an Texter déi ganz
kloer soen, wéi wichteg Konscht am Liewe vu jidderengem ass. An enger Zesummestellung iwwer d’Konscht liese
mir dass d’Handwierk mam Gebiet gläichgestallt ass. 2 „ ... an all Konscht a Fäegkeet huet Gott déi héchste
Perfektioun gär “ 3
D’Bahâ’i Schrëften encouragéiere jiddereen, mat Konscht a Literatur de Geescht an d’Léiere vum Bahâ’i Glawen
op der Bühn duerzestellen. Konscht bréngt et besser fäerdeg nobel Gefiller ze erwächen. ... All Relioun huet eng
Form vu Konscht erschaf, loosse mir gesinn wat dëse Glawe wäert fäerdeg bréngen. 4
An der Erzéiung gëtt ëmmer nees Wäert drop geluecht, dass d’Kanner sech an hirem Liewen eppes zouwidmen wat
vu gréisster Wichtegkeet ass an dass si sollen déi Saache studéieren, déi der Mënschheet vun Notze sinn. 5 De Bahâ’i
Glawen ermuddegt jiddereen a besonnesch Kënschtler hiert Talent sou anzesetzen, dass et der Mënschheet hëllefe
kann. 6
276 Weltjugenddag
Sendung 276, 19ten an 20ten August 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer, 1985 hunn d’Vereenten Natiounen als
Joer vun der Jugend erkläert. De Poopst huet deemools e Jugendtreffen zu Roum organiséiert an iwwer 250.000
Jugendlech koumen. D’Haaptuleies vun de Weltjugenddeeg ass et, de Jugendlechen d’Aufgab ze vermëttelen, eng
Welt vun der Wourecht, der Solidaritéit, dem Fridden an der Léift ze bauen. Dëser Deeg war den neie Poopst zu
Köln fir de Jugenddag 2005 a Bahâ’i Jugendlecher waren och vertrueden. Am Rautenstrauch-Joest Museum zu
Köln kann een d’Ausstellung: Eine Frage des Glaubens. Religiöse Vielfalt in Köln, bis den 2ten Oktober gesinn.
Wéi kann ee Glawen ausstellen? Mat dëser Fro hu sech 25 Ethnologiestudentinne vun der Uni Köln beschäftegt.
D’Resultat kënnt dir am Musee gesinn.
Haut e Jugendlechen ze sinn ass a villen Hisiichten eng wierklech Erausfuerderung. D’Etapp vun der Jugend ass déi
tëschent der Kandheet an dem Erwuessesinn. Wichteg Entscheedunge fir d’spéidert Liewe solle geholl ginn. Wéi
eng Studien? Wat wëll ech léieren? Wéi eng Visioun hunn ech fir d’Zukunft. Als Jugendleche wëllt ee sech seng
eege Gedanke maachen, an heiansdo stinn d’Elteren am Wee. Et ass déi Zäit am Liewe wou ee säi Wee sicht, seng
1 L'intention du seul vrai Dieu (exaltée sois sa gloire!) en se révélant aux hommes est de mettre au jour lesperles enfouies dans la mine de leur ëtre intime et essentiel. Wenn der eine,
wahre Gott - gepriesen sei seine Herrlichkeit - sich den Menschen offenbart, verfolgt Er das Ziel, die Edelsteine ans Licht zu bringen, die in den Gesteinsadern ihres wahren inneren
Selbstes verborgen liegen. The purpose of the one true God... in revealing Himself unto men, is to lay bare those gems that lie hidden within the mine of their true and inmost selves.
Gleanings, 132 Bahaujlâh
2 P.l, Volume 1, Compilation of Compilations, Bahâ’u'lläh
3 P.2 Volume 1, Compilation of Compilations, Bahâ ’u'llâh
4 P. 7 Volume 1, Compilation of Compilations
5 'Abdu'l-Bahâ: Compilation of Compilations, P.6 Volume 1,
6 „ Wenn Sie echtes Talent zum Schreiben besitzen, dann sollten Sie es als eine Gabe Gottes ansehen und sich darum bemühen, es zur Besserung der Gesellschaft einzusetzen " ITC,
2001 Nov 5, Gebrauch der Kuenste
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 204 -
Kollegen, seng éischt Léift, wou ee vun alle Säiten gezunn a gerappt gëtt. Et ass déi Zäit wou engem alles méiglech
schéngt, all Dieren opstinn. Eng wonnerbar Zäit fir säi Glawen ze fannen a sech mat Kapp a Séil dofir anzesetzen.
D’Jugendlech vun haut kënne fir eis alleguer e Beispill si vun engem gudde Charakter, vu Frëndlechkeet,
Héiflechkeet an engem freedegen Optimissem.
Wat awer elo nach fir de Jugendleche vun haut als extra Erausfuerderung dabei kënnt ass d’Zäit an där mir elo
liewen. Eng Zäit voll mat Schwieregkeeten a souville Méiglechkeeten. Eng Zäit an der Evolutioun vun der
Mënschheet déi voll Turbulenzen ass. Wat sinn haut moralesch Wäerter, un déi mir eis hale kënnen. Weem soll ee
gleewen? Eng Onmass vu politeschen Iwwerzeegungen, vu Reliounen an Organisatiounen, déi sou verschidden
Opfaassungen hunn. Jidderee wëllt fräi sinn, ouni genee ze wëssen wat dat dann heescht. Also ass eis haiteg
Gesellschaft an enger Zäit déi een als Jugend bezeechne kann.
D’Bahâ’i Schrëfte si voll mat Theme fir déi Jugendlech, an déi wichteg Roll déi d’Jugendloch haut an eiser
Gesellschaft hunn. D’Gebiet an d’Meditatioun sollen net vergiess ginn. ’Abdu'l-Bahâ schreift dat heiten zu dësem
Thema: „Dnerch d’Fäegkeet vun der Meditatioun kritt de Mënsch éiwegt Liewen, ... De Geescht vum Mënsch kritt
Kenntnisser an nei Kraaft duerch d’Meditatioun. Duerch d’Meditatioun gi Saache viru sengen Aen ausgehreet, vun
deenen hien näischt woosst. Duerch d’Meditatioun kritt hien himmlesch Nahrung. ... Meditatioun ass de Schlëssel
zu den Diere vun de Geheimnisser. An dësem Zoustand léisst sech de Mënsch vu sech selwer; hien zitt sech an
dësem Zoustandzréck vun allem vun der Welt ... D’Fäegkeet vum Meditéiere mécht de Mënsch fräi vu senger
déierescher Natur, lèisst hien d’Wierklechkeet vun de Saache kloer gesinn a bréngt hien a Verbindung mat Gott.
Dës Fäegkeet bréngt Kënschten a Wëssenschaften aus dem Beräich vum Onsiichtbaren ervir“. 1
Wat Jugendlech sécher ganz gutt kënnen, ass eis unzestieche mat engem Enthusiasmus fir d’Liewen..
Weider liese mir an de Bahâ’i Schrëften: „ Wal déi Jugendlech ka virun der Gefor vum Materialissem retten, ass
d'Kraaft vun engem éierleche, konstruktivem a liewege Glawen, sou wéi deen der Welt vu Bahâ’u’llâh offenbaart
gouf. Wéi fréier ass Relioun nach ëmmer der Welt hir eenzegHoffnung. ... Wann eng wierklech Relioun kombinéiert
ass mat wierklecher Ethik, gëtt moralesche Fortschrëtt eng Méiglechkeet an net einfach en Ideal. “ 2
277 Buchvirstellung: Psychology of Spirituality
Sendung 277, 26ten an 27ten August 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer, The Psvchology of Spiritualitv,
d’Psychologie vun der Spiritualitéit, ass den Titel vum Buch wat ech iech haut kuerz virstellen. Geschriwwe vum
Dr. Danesch, en internationale Beroder mat iwwer drësseg Joer Erfarung am Beräich vun der Psychiatrie an der
Familljemedezin, Gemengenentwécklung, Ethik a Weltuerderstudien. Seng Recherchen an Expertise leien am
Beräich vun der Gewalt a Roserei, Hochzäit a Famill, dem Doud an dem Stierwen, der Berodung an der
Konfliktresolutioun. 3
D’Buch ass fir déi geduecht déi schwéier Froe stellen: Wat ass d’Natur vun der mënschlecher Realitéit? Wat ass de
Sënn vum mënschleche Liewen ? Wat ass Léift? Wat ass Realitéit? Wat ass d’Geheimnis vum Gléck? Hu mir e
fräie Wëllen? Wier et méiglech dass eise Wonsch no Guttheet net einfach eise Versuch ass eis schlecht Natur ze
verstoppen? Ass et méiglech dass eis Unzéiung no engem Gott net einfach an eise Kannerängschte läit an an eisem
Besoin no enger Autoritéitsfigur?
Zum Thema Léift schreift den Dr. Danesch dass et e ganze Koup vun Onuerdnunge vu Léift ginn, sou zum Beispill
well eng Persoun a senger ganzer Maturatioun hannendran ass, do wou d’Kapazitéit fir gären ze hunn net richteg
entwéckelt ass. Ënner gesonden Ëmstänn geet d’Léift duerch eng Rei vun Etappen a wiesst dobäi. Et fänkt un mat
enger Léift déi op sech selwer geriicht ass, da kommen Etappe vu kompetitiver Léift an Etappe vu kooperativer
Léift, fir zum Schluss op engem Niveau vu Léift ouni Konditiounen ze kommen.
Kucke mir eis e bësse méi genee déi véier Etappe vun der Entwécklung vun der Léift un:
D’Léift déi op sech selwer geriicht ass. Den Eenzelne huet gär fir sech an aneren ze beweisen dass hie ka gären
hunn. D’Léift geet an eng Direktioun, entweder virun allem dass si gëtt oder dass si kritt a mat wéineg Geschéck fir
béid ze maachen. Dës Aart vu Léift ass nëmme an der Kandheet gesond.
Kompetitiv Léift fënnt een zum Beispill bei engem Gebuertsdag, wou ee probéiert der Gebuertsdagspersoun méi
Léift ze ginn. Den Eenzelnen, an der kompetitiver Léift huet aner gär fir sech selwer ze beweisen dass hie kapabel
ass méi Léift ze ginn wéi aner Leit. Dës Form vu Léift fënnt ee virun allem an de Bezéiunge vu Jugendlechen.
1 ’Abdu'l-Bahâ über die Macht des Gebets, S.17 Meditationen fiir Jugendliche
2 Youth, Compilation of Compilations, Vol II, 2263
3 Psychology of spirituality, H.B. Danesh, M.D.,isbn 1-895456-05-03 Nine Pines Publishing
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-205 -
An der kooperativer Léift huet deen Eenzelnen aner gär fir säi Besoin ze erfëllen fir gären ze hunn a Léift ze kréien.
D’Relatioun an der Léift ass kooperativ, an déi, déi sech gär hunn, deelen, gi matt a kréien an erlaben deem anere
Léift ze ginn an ze kréien. Dës Zort vu Léift gëtt vun den allermeeschten Erwuessene gebraucht, virun allem am
Kader vum Bestietness an der Frëndschaft.
Déi lescht Etapp an der Entwécklung vun der Léift ass déi ouni Konditiounen. Déi Eenzel hunn aner gär genee sou
wéi d’Sonn iwwerall schéngt. Den Eenzelnen huet d’ganz Mënschheet gär. Dës Zort vu Léift ass am meeschten
avancéiert. Et fënnt een se am Liewe vun de Propheten, Helleger an déi Mënschen, déi fräi si vu Virurteeler an déi
keen ausschléissen.
D’Buch hält op mat engem schéinen Text deen engem hëlleft um Wee fir e spirituelle Lifestyle. De Passage ass aus
de Bahâ’i Schrëften :
„Am Gléckgëff mat an am Ongléck sief dankbar. Sief d’Vertraue vun dengem Noper wäert, a kuck op hie mat hellen
a frëndlechen Aen. Sief e Schaz fir deen Aarmen, eng Ântwert op deen, deen no Hëllef jäitzt an hal däi Verspriechen
helleg. Sief gerecht an dengem Urteel a gëffUecht wann s de schwätz. Sief ongerechtzu kengem Mënsch, a géi mat
jidderengem duuss ëm. Sief wéi eng Luuchtfir déi, déi an der Däischtert ginn, eng Freedfir deen dee Misär huet, e
Mierfir den Duuschteregen, e Beschiitzerfir dee Bedrängten, eng Stäip an e Verdeedeger fir d'Affer vun
Ënnerdréckung. Dass alles dat, wat s de méchs, sech duerch Integritéit an Oprichtegkeet auszeechent. Sief en Heem
fir de Friemen, e Balsamfir deen dee leid, dem Flüchtling e staarken Tuerm. Sief d'Aefir de Blannen an eng Luucht
déi féiert fir deen, deen de Wee net weess. ..." 1
278 Fridden un déi ee gleeft
Sendung 278, 2ten an 3te September 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer, an der Spezialnummer vun der
Geozäitschrëft am September liest een als Titel: Dës Fridden, un déi ee gleewe kann. Um Titelbild gesäit een
d’Äerd an uewendrop eng Dauf, déi amgaang ass sech op hir néierzeloossen. Erfreelech an erfrëschend ze liesen an
och ze kucken, mat all de Fotoen uechter d’Welt. Am Editorial liest een dass wann och d’Konflikter eng grouss Plaz
an der Landschaft vun eiser Informatioun anhuelen, gëtt et awer och Weeër aus de Krisen a Kricher, déi Hoffnunge
mat sech droen. An déi sinn net erfonnt. Sou zum Beispill engagéiere sech d’Rebelle vun Atjeh an Indonesien op
engem Wee vu Fridden, an dat no drësseg Joer Konflikter; an Irland mécht d’IRA Schluss mam bewaffnete Kampf,
an dat no drësseg Joer. An esou fënnt een aner Artikelen iwwer d’Friddensprozesser weltwäit. Sou fënnt een och e
Poster mat all de Nobelpräisgewënner fir de Fridden, an eng Weltkaart mam Titel: La Planisphère de la paix en
2005\ déi éischt Weltkaart vum Fridden déi jee publizéiert ginn ass. Fir dëse Fridden ze illustréieren, gouf eng gréng
Faarf benotzt, Symbol vun der Hoffnung, mat Nuancen demno wéi laang d’Länner scho friddlech sinn. An
iwwerraschenderweis, bréngen d’Majoritéit vun de Länner et fäerdeg, a Fridden ze liewen. Wéi kann ee Fridden op
der Welt schafen? Op dës Fro fënnt een an der Zäitschrëft eng Rei vun Äntwerten. En Interview mam Mikhai'l
Gorbatchev, Gewënner vum Friddensnobelpräis 1990 a Begrënner vun der ONG, d’internationaalt gréngt Kräiz.
Dës ONG versicht Konflikter ze léisen déi mat der Ëmwelt zesummenhänken. D’Beispill vum Waasser ass
impressionannt. All Dag stierwen esou vill Mënschen duerch verschmotzend Waasser wéi wann 30 Boing 747
Fligere géingen eroffalen! Fir hien ass déi gréisste Prioritéit haut d’Erausfuerderung vun den ethnesche Problemer,
de Respekt vun de Kulturen an de Reliounen, anescht gesot d’mënschlech Dignitéit.
Mat engem Photoreportage vum Dalai Lama, dee wärend dräi Joer uechter Welt gereest ass fir e Message vu
Fridden ze bréngen, geet et weider am Geo. Hie schwätzt vun Toleranz an Opriichtegkeet. Fir hien ass déi deeglech
Meditatioun de Schlëssel zum Fridden an eis selwer. Hien encouragéiert den Dialog tëschent all de Reliounen. Fir
hien ass d’europäesch Unioun d’Demonstratioun dass eng solidaresch a friddlech Koexistenz tëschent de
verschiddenen Natiounen a Vëlker méiglech ass. D’Mënsche sinn all d’Membere vun der selwechter globaler
Famill. Am Dalai Lama fënnt een déi positiv Energie, seng waarm Stëmm, seng Virwëtzegkeet a seng Einfachheet.
Fir hien ass et notwendeg sech vun alen Traditiounen ze léisen, déi haut kee Sënn méi hunn. Alles wat mir haut
brauchen, ass déi gutt Qualitéite vum Häerz tëschent eis ze kultivéieren. A wann een hie freet wou dann dës
Iwwerzeegungskraaft hierkënnt, dëst kommunikatiivt Vertrauen, seet hien dass et vun der deeglecher Meditatioun
kënnt, dem ënnere Fridden. Awer Meditatioun heescht net einfach d’Aen zoumaachen a maache wéi wann, et geet
ëm eng analytesch Meditatioun, wou een andauernd analyséiert, mat engem kale Kapp an engem openen Häerz.
An da fënnt een e ganzt interessant Klassement vun de Länner op der Welt, an zwar a wéi wäit si zum Fridde
bäidroen. Lëtzebuerg ass do eent vun den zéng friddfertegste Länner vun der Äerd. Un der Spëtzt vun den 150 UN-
Memberlänner ass Island. Duemo kënnt Dänemark, d’Schwäiz, Irland, Norwegen, Holland, Finnland, Neuseeland,
Schweden a Lëtzebuerg. Um Enn vun der Lëscht sti Syrien, Libyen, Iran, Haiti, Birma, Angola, Mauretanien,
Libanon, den Irak an Djibouti. D’Fro ass déi heiten: Wéi bedeelegen sech d’Länner haut un der Konstruktioun vum
1 Bahâ'u'llâh
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 206 -
Fridden op eisem Planéit? Zesummegestallt gouf dës Lëscht mat enger Datebank vum Groupe de recherche et
d’information sur la paix et la sécurité zu Bréissel. Mat Hëllef vun 21 Kriterien an de Beräicher Sécherheet,
Mënscherechter an Ëmwelt goufe fir all Land Punkte verginn.
An de Bahâ’i Schrëfte liese mir: „Dee Grousse Fridden, no deem d’Mënsche vu guddem Wëllen am Laf vun de
Jorhonnerten esou staark verlaangert hunn, dee Proféiten an Dichter zënter ville Generatiounen an hire Visioune
beschriwwen an deen déi helleg Schrëfte vun der Mënschheet zënter je hier ugekënnegt hunn, ass fir d’Natiounen
elo endlech gräifbar ginn. Fir d’éischt an der Geschicht huet haut jiddereen d’Méiglechkeet, dee ganze Planéit an
déi Onmass vu Vëlker, déi op ëm liewen, an enger globaler Perspektiv ze gesinn. Weltfridden ass net méi nëmme
méiglech, en ass onëmgänglech ginn. En ass déi nächst Etapp an eisem Planéit senger Entwécklung ”,
„ d ’Planéitiséierung vun der Mënschheet “, wéi e groussen Denker et ausdréckt. ” 1
279 D’Welt an där mir lic wcn, Deel 1/2
Sendung 279, 9ten an lOte September 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer. An de leschte fënnef Joer hu mir
gesinn, wéi d’Welt sech a méi grouss Schwieregkeete gehäit huet. 2 De Pessimissmuss ass an d’Luucht gaang.
Mënschen iwwerall fänken un ze verstoen, dass dat wat am Moment geschitt net einfach en Déif ass, dee séier wäert
ewechgoen. Et ass eis Zivilisatioun déi a Gefor ass. Eppes Fundamentales ass amgaang ze geschéien; eng vun de
groussen eisegen Ännerunge vun eiser mënschlecher Geschicht. Mir kënnen dëse weltwäiten Zesummefall an dräi
Kategorien andeelen:
Éischtens e Broch am sozialen an der Gesellschaft. En Zesummefall vu Saachen déi mir bis elo ni a Fro gestallt
hunn: d’Kriminalitéit hëlt zou, den Terrorissmuss. D’Korruptioun an der Gesellschaft, an och an der Geschäftswelt
an an der Regierung gëtt bal als normal akzeptéiert. An de Wonsch fir ëmmer méi wëllen ze hunn geréit ëmmer méi
ausser Kontroll.
Zweetens gesi mir en Zesummebroch vun der Moral beim Eenzelnen. Onéierlechkeet, Léien a sexual Promiskuitéit
ginn akzeptéiert, an dat am Numm vun der perséinlecher Fréiheet.
Dem Iwwerflächlechen nogoen ass zu enger Drog ginn. D’Sprooch, den Ausdrock, de Vokabulär, Manéieren an
d’Moud verléieren u Feinheet.
Drëttens erliewe mir en Opschwong vu rasseschen, ethneschen Tendenzen. D’Tyranei vun der Majoritéit déi
d’Rechter vun der Minoritéit ignoréiert. Dëst bréngt mat sech dass d’Minoritéiten, déi méi a méi bedréckt ginn, zum
Haass zou neigen. Haass gëtt och a villen Deeler vun der Welt an de Schoule geléiert, an dat als en Deel, deen am
Curriculum akzeptéiert gëtt.
Dës dräi Kategorien, den Zesummebroch am Sozialen, an der perséinlecher Moral an d’Zouhuele vu rasseschen an
ethneschen Tendenzen maachen zesummen e Kader an deem mir d’Welt kënne gesinn.
An de Bahâ’i Schrëfte fanne mir och e Kader, mee e Kader deen op all deene Saache baséiert, déi mir brauche fir
eng nei Welt ze bauen. D’Bahâ’i Schrëfte verspriechen eis dass dës vun Transitioun zur Eenegung an Harmonie
féiert, an dass Gerechtegkeet etabléiert gëtt. Eis Zäit wäert d’Fundamenter vun enger Weltzivilisatioun schafen, déi
honnerte vu Joer brauch fir sech ze entwéckelen. Wat ass eis Aufgab an dësem Prozess? Aktiv sinn an elo d’Käre
vun dëser neier Zivilisatioun séien. D’Bahâ’i administratiivt Uerder ass déi embryonesch Form vun dëser
Zivilisatioun; onvergläichbar a weltëmfaassend. ... Dräi Aktivitéiten sinn et wou mir eis kënnen asetzen an déi
d’Häerz vun enger ziviliséierter Liewensmanéier sinn: D’Gebiet an d’Meditatioun, d’Iwwermëttlung vu Wäerter fir
eis zukünfteg Generatiounen, dat heescht d’Kannerklassen, an d’Iwwermëttlung vun engem Wëssen dat der
Gesellschaft déngt. Konkret sinn dat haut d’Studiekreesser.
Firwat ass Schéinheet am Bahâ’i Glawe sou wichteg? An der Geschicht vun de Relioune vun der Welt, war et
nëmmen no der fester Etabléierung vun der Relioun wou mir d’Friichte vun der Schéinheet a groussen Expressioune
vu Schéinheet an der Konscht, der Musek an der Architektur gesinn hunn. Bahâ'u'llâh hat grousse Pleséier a
Schéinheet, virun allem natierlech Schéinheet. Haut gesäit een den Ausdrock vun dëser Schéinheet un den Terrassen
a Gäert an Israel iwwerall ronderëm déi historesch Plazen déi mat der Bahâ’i Geschicht zesummenhänken. Et ass
dat en éischte Schratt um Wee zu enger zukünfteger Weltzivilisatioun, geprägt vu Schéinheet. Déi natierlech
Schéinheet vun der Welt genee sou wéi all aner Forme vu Konscht wäerten an Zukunft héich geschätzt ginn. Et geet
drëm, dës Visioun vu Schéinheet weiderzevermëttelen. An eiser nächster Emissioun gesi mir weider Aspekter vun
der Visioun vun enger neier Zivilisatioun.
1 Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet, Versprieche vum Weltfridden, 1985
2 Notes on a Talk by Peter Khan, Massey Theatre, New Westminster, August 20th, 2005
Bahâ ’i Emissiounen utn Radio ARA 2000-2007
-207 -
Sendung 280, 16ten an 17te September 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer, an eiser leschter Emissioun hu mir
gesinn wéi eng Problemer eis haiteg Welt huet; eis sozial Uerdnung, déi lues a lues zesummebrécht; d’Moral vum
Eenzelnen, an där bal alles erlaabt ass, an dat am Numm vun der perséinlecher Fräiheet an d’Zouhuele vu
rasseschen an ethnesche Streidereien an Ongerechtegkeeten. 1
D’Bahâ’i Schrëfte weisen eis e Wee aus dëser Kris, dëser Welt déi kra nk ass, an déi Heelung brauch. D’Bahâ’i sinn
iwwerzeegt dass si de Som fir eng nei, gerecht Zivilisatioun séien. Wéi eng Käre sinn dat, déi d’Bahâ’i iwwerall an
der Welt séien?
D’Bahâ’i Schrëfte si voll mat Texter iwwer den héije Stellewäert vum Eenzelnen. Eng Erzéiung déi de Mënsch als
eppes Nobeles duerstellt, mat héije moralesche Wäerter, altruistesch a mam Zil, der Mënschheet en Déngscht ze
erweisen.
Um soziale Plang fanne mir d’Reegel vum Gesetz, Gerechtegkeet, an d’Fräiheet fir an engem gutt geplangte Kader
handlen ze kënnen. Et geet drëms eng Visioun vun der Zukunft ze hunn, wou mir eis eens sinn. Et geet drëms eng
Gesellschaft opzebauen wou Kooperatioun an Harmonie gefërdert ginn. An et geet drëms kreativ ze sinn; e kreative
Geescht vu Changement deen et fäerdeg bréngt Relioun a Wëssenschaft zesummenzebréngen, eng Gesellschaft wou
d’Ressourcë vun der Äerd sou benotzt ginn, dass si dauerhaft sinn an der Mënschheet vun Notze sinn. Wat ka
jidderee maachen, fir un dësem Prozess vun enger neier Zivilisatioun matzeschaffen?
Fir d’éischt ass et néideg, Spiritualitéit, Geeschtegkeet, kloer ze beschreiwen, ze defméieren.
■ Dat därzäitegt Verständnes vu Spiritualitéit ass onkloer.
■ Mir brauchen en neit Konzept vu Spiritualitéit. An d’Liewe vun ’Abdu'l-Bahâ, de Jong vum Begrënner vum
Bahâ’i Glawen ass dat beschte Beispill vu geliefter Spiritualitéit.
■ Mir mussen eis méi bewosst ginn dass geeschteg Kräften an eisem Universum sinn.
■ D’Wëssenschaft huet eis vill Wëssen iwwer déi physikalesch Kräfte vun eisem Universum ginn. Genee sou
musse mir elo eist Verständnes vun de geeschtege Kräften an der Welt erweideren.
■ Dës geeschteg Kräften déi an eiser Welt schaffen, hu sech mam Komme vu Bahâ'u'llâh verstäerkt.
■ Mir kënnen dës Kräften zu eisem Notzen unzéien. Wéi? An deems mir de Bahâ’i Schrëften nolauschteren, sou
zum Beispill duerch d’Gebiet, d’Berodung an zesummen an Eenheet handlen.
■ Demno wéi mir eis verhalen, hale mir dës Kräfte vun eis; sou zum Beispill wa mir schlecht iwwer aner Leit
schwätzen a wa mir Kritik ausüben.
■ Spiritualitéit ass net am Géigesaz zu enger geplangter, rationaler a systematescher Approche.
■ Wat d’Gebiet ubelaangt, sou ass dat net eppes Natierleches am Mënsch. Et soll ugeléiert ginn, sou dass et eng
Gewunnecht ginn. Dofir fanne mir am Bahâ’i Glawen d’Flichtgebiet.
■ Proppertéit a Raffinement zitt geeschteg Kräften un; Raffinement an der Kleedung, an eise Manéieren, eisen
Interessen a Fräizäitaktivitéiten.
■ D’Entwécklung vu Spiritualitéit geet Hand an Hand mam Wëllen, säi Bescht ze ginn an der Konscht, dem
Handwierk, dem Commerce an de Beruffer.
Flicht ass hautdesdaags e Wuert wat net méi gär gehéiert gëtt. An enger gerechter Zivilisatioun muss dëst Konzept
nees méi eng grouss Bedeitung kréien.
Mir brauchen och besser zwëschemënschlech Bezéiungen wou d’Berodung eng vill méi grouss Roll spille wäert, an
dat och an der Famill. Domat kritt d’Gemeng och nees en Zougehéieregkeetsgefill an e Gefill vu Verbonnenheet an
Eenheet. Et gëtt also vill an eiser Gesellschaft ze maachen. Loosse mir alleguer eng Hand upaken.
281 Internationalen Dag vum Fridden
Sendung 281, 23ten a 24te September 2005. Fridde léisst sech net dekretéieren, et ass e Prozess. Fridde brauch eng
Transformatioun vun Häerzer a Geeschter déi Jorhonnerte vu Kricher a Gewalt staark mat der Iddi geprägt hunn
dass de Mënsch e gewalttätegt Déier ass.
D’Zukunft vun der Welt hänkt vun eisem Wëllen of, sech wierklech wëllen z’änneren, vun eisem Wëllen, mat der
Kultur vun der Gewalt opzehalen.
1 Notes on a Talkby Peter Khan, Massey Theatre, New Westminster, August 20th, 2005
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-208 -
Mat dësem Objektiv am Kapp, hunn d’Vereenten Natiounen d’Jorzéngt 2000-2010 d’Jorzéngt vun der Erzéiung
zum Fridden an der Non-Violence dekretéiert, fir an dësem Jordausend eng Generatioun vum Fridden ze erzéien.
Un dësem Bau vum Fridden schaffen d’Bahâ’i uechter d’Welt scho méi wéi 150 Joer. Si kréien hir Inspiratioun aus
de Léiere vun hirem Glawen. Hei e klengen Extrait: „Ech bieden iech, jiddere fir sech, all är Gedanken an äert
Häerz op d’Léift an d’Eenheet ze riichten. Wann dir e Krichsgedanken hutt, widderstot him mat méi engem staarke
Friddensgedanken. E Gedanke vun Haass muss zerstéiert ginn mat méi engem mächtege Gedanke vu Léift.
Krichsgedanken zerstéieren all Harmonie, all Wuel, all Rou an all Zefriddenheet. Gedanke vu Léift schafe
Bridderlechkeet, Fridden, Frëndschaft a Gléck. “
Et kënnt ee mengen, dass dat wéi verréckt kléngt, wéi en Dram, wéi eng Utopie, mee et ass haut eppes wat jiddereen
op der Welt sech vu ganzem Häerze wënscht.
„Mengt net dass Weltfridden en Ideal ass, deen een onméiglech erreeche kann, “ schreift 'Abdu'l-Bahâ .
Fir Fridden ze schafen a fir dass de Fridden soll daueren, brauch ee Gerechtegkeet. Sech fir Fridden anzesetzen,
ënner allen Ëmstänn, verlaangt Courage, e staarke Wëllen an e Glawen. De Glawen dass Fridden, Gottes Wëllen
ass, an dass Hien eis wäert hëllefen an deem wat mir fir de Fridde maachen.
Wéi kënne mir um Fridde schaffen, wa mir net eist Bild vum Mënsch änneren, net e Mënsch dee wéi e gewalttätegt
Déier agéiert, mee e Mënsch dee vun Natur aus nobel ass, am Wiesen hir gëttlech, aus der Léift vu Gott. E Mënsch
an deen een d’Dugende an d’Schéinheet vu Gott erëmfënnt?
Bahâ’u’llâh schreift: „Ech wosst Meng Léiftfir dech, dofir hunn ech dech erschaf. ...Du bass Meng Luucht a Mäi
Liicht ass an dir. ...Ech hunn dech räich erschaf, firwat erniddregs du dech zur Aarmut? “...
Mee dës Schéinheet an dëse Räichtum existéieren potentiell am Mënsch. Erzéiung ass néideg, geeschteg Erzéiung
erlaabt dem Mënsch sech ze entwécklen a sech ze entfalen.
An hei fannen d’Reliounen hire Sënn. Si sinn do fir dem Mënsch dës Erzéiung ze bréngen, fir him ze erlaben déi
gëttlechen Dugenden an him erauszebréngen an ze entwécklen.
Et ass d’Verantwortung vun de reliéise Leaderen, dëse Message vu Léift a Bridderlechkeet ze ënnerriichten an ze
verbreeden. Eis Differenz ass eise Räichtum. D’Fundament vun der Schéinheet ass d’Diversitéit.
Leider fanne mir nach vill reliéis Virurteeler, an d’Meenung d’Exklusivitéit vun der Wourecht ze hunn. Mee, sou
soen d’Bahâ’i Schrëften: „D ’fundamentaalt Zil vum Glawe vu Gott a Senger Relioun ass et d ’lnteresse vun der
mënschlecher Rass ze sécheren, hir Eenheet hirzestellen an tëschent de Mënschen de Geescht vu Léift a
Bridderlechkeet ze entwécklen. Passt op dass dëse Glawen ënnert iech net d’Quell vu Mëssel a Sträit gëtt, vun
Haass a Feindschaft. ...Haalt iech un dat wat iech een deen anere méi no bréngt an iech vereent. “
Wéi kann ee Fridde schafe wann een net déif a sech selwer d’Prinzip vun der Eenheet huet. „D ’Wuel vun der
Mënschheet, sengem Fridden a senger Sécherheet kënnen net erreecht ginn, éier hir Eenheet net fest etabléiert
ass. “ seet Bahâ'u'llâh.
Dësen Appel fir Eenheet ass keen Appel fir Uniformitéit oder en Appell fir säi Glawen un déi fundamental
Wourechte vu senger Relioun opzeginn. Am Géigendeel! Et ass d’Unerkennung dass, wat ëmmer och eis Differenze
sinn tëschent de Gesetzer vun de Reliounen, déi iwweregens hir Erklärung hunn, dass d’Mënschen hir geeschteg
Inspiratioun vun enger selwechter Quell kréien an dass mir all d’Sujete vun engem eenzege Gott, dee Léift ass.
D’Reliounen sinn all d’Expressioune vun enger gëttlecher Realitéit. 1 2
282 Buchvirstellung : Die Bahâ't Religion, Ein Überblick, Deel 1/17
Sendung 282, 30te September an lten Oktober 2005. Haut stellen ech Iech en neit Buch fir iwwer de Bahâ'i Glawen
mam Titel: D 'Bahâ'iReliioun, en Iwwerbléck. D’Buch ass op däitsch, huet 128 Säiten, an huet op all Säit
Illustratiounen a Photoen. D’Frankfurter Allgemeine Zeitung schreift: « Wat un dësem Buch besonnesch
luewenswäert ass, ass virun allem dass et konzentréiert a kuerz ass, mat de wichtegste Léiere vum Bahâ'i Glawen,
senger Geschicht, sengem Gemengeliewen a senge ville verschiddenen Aktivitéiten an enger globaliséierter
Welt. Sou verzicht dës Aféierung zum gréissten Deel op reliounsgeschichtleche Ballast an op eng stéierend
Fachterminologie. Et ass an enger Zäit, wou reliéise Fanatissmuss d’Welt ergräift, awer och wou d’Skepsis sech
grad a ville vun de räiche Länner ausbreet, op eng andrécklech Manéier verständlech fir interesséiert Laien a Leit
déi op der Sich no enger Relioun sinn. »
1 Abdu'l-Bahâ
2 Extraits d’une présentation sur la Paix, joumée internationale de la Paix
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 209 -
D’Süddeutsche Zeitung schreift: «Dass déi jénkst vun de Weltreliounen eng ëmfaassend kritesch Duerstellung
erlieft, war iwwerfälleg. ...Dass si am Iran vun de Mullaen immense Widderstandfënnt, ass eng hatter Wourecht.
Dëst léisst sech vläicht doduerch erklären, dass d’Bahâ'iRelioun eng modern Relioun ass, wou
d’Gläichberechtegung vun der Fra, d’Recht op Bildungfir jiddereen an d’Deelhuelen un der Gesellschaft
selbst\>erständlech sinn, an net am Géigesatz zu der Spiritualitéit vum Gleewege stinn. Wien dëst Buch liest, kënnt
net laanscht d’Impressioun, dass sech epuer Reliounen eppes vun de Léiere vu Bahâ'u'llâh ofkucke kéinten.»
An d’Frankfürter Rundschau schreift: « An enger Zäit, wou d’Relioun vu Fanatiker weltwäit dozou benotzt gëtt, dat
Trennent tëschent de Mënschen ervier ze hiewen a souguer Gewalt ze legitiméieren, deet et gutt, iwwer Bahâ'u'llâh
ze liesen, deen Eenegkeet a Friddfäertegkeet betount. Dës jonk Weltrelioun vertrëtt dat, wat déi meescht
Bekenntnisser an hierer Entstehungszäit haten : Léift, Matgefill, Wahrhaftegkeet, an d’Gläichheet vun de
Mënschen. Si ass zugläich modern, well si global interreliéis Toleranz priedegt. »
Am Inhaltsverzeechnis fënnt een déi hei grouss Themen : Wat léiert Bahâ'u'llâh ? D’Geschicht vun der Bahâ'i
Relioun. Aspekter vum deegleche Liewen. D’Liewen an der Gemeng. Wéi a wou sinn d’Bahâ'i aktiv ? Texter a
Gebieder aus de Bahâ'i Schrëften.
Zum Schluss fënnt ee Bahâ'u'llâh’s Visioun vun enger zukünfteger Weltgemeinschaft an e puer Zuelen a Fakten.
Ofschléissend dëst Zitat vum Bundesverfassungsgeriicht, e Beschloss vum 5te Februar 1991 :
« ... [DeJ Charakter vum Bahâ'i Glawen als Relioun an der Bahâ'l Gemeinschaft als Reliounsgemeinschaft [assj no
aktueller Liewenswierklechkeet, Kulturtraditioun am allgemengen wéi op reliounswëssenschaftlechem Verständnes
offenkundig. »
283 Buchvirstellung: Wëssenschaft a Relioun, Deel 2/17
Sendung 283, 7ten an 8ten Oktober 2005. Relioun a Wëssenschaft sollen Hand an Hand goen. An der neier
däitscher Aféierung iwwer de Bahâ’i Glawen fënnt een dozou e flotte Bäitrag. Wéi kënne Relioun a Wëssenschaft
an Harmonie, an engem Equilibre niewenteneen a mateneen existéieren, ouni Konflikter? Wann d’Wëssenschaft ni
ka beweisen, dass Gott net existéiert, ka si da beweisen, dass Gott existéiert? Oder ass dat déi falsch Fro.
D’Wëssenschaft kann eppes kucken, observéieren a Konklusiounen dorauser zéien, fir ze verstoen, wéi eppes
fonktionéiert, sief et an der Natur, der Technik oder beim Mënsch. D’Relioun kann eis soen, firwat mir existéieren,
firwat d’Welt existéiert.
An de Bahâ’i Schrëfte liese mir: 1 „ Wa mir soen, dass d’Relioun an d’Wëssenschaft onvereenbar sinn, hu mir weder
verstan, wat wierklech Wëssenschaft ass a wat wierklech Relioun ass, well alle béid berouen op Viraussetzungen a
Schlussfolgerunge vun der Vernonft a mussen hirer Iwwerpréifung standhalen. “
Relioun a Wëssenschaft ginn dacks als onvereenbar betruecht. Dat läit ënnert anerem dorunner, dass dacks
mënschlech feelbar reliéis Interpretatiounen de wëssenschaftlechen Therorië widderspriechen an ëmgedréint.
Bahâ'u'llâh léiert dass Relioun a Wëssenschaft een deen aner ergänzen. Si bilden déi zwee Polen zur Erkenntnis vun
der Wierklechkeet a mussen alle béid der Vemunft entspriechen. Schäinbar Widderspréch tëschent hine kënnen
duerch mënschlech Interpretatiounen oder net genuch Forschung entstoen.
Aus der Bahâ’i Siicht si Relioun a Wëssenschaft wéi zwee Flilleke vum mënschleche Geescht, déi harmonesch
zesummeschaffe mussen. D’Relioun vermëttelt ethesch Kriteren, entfaalt déi mënschlech Spiritualitéit a fërdert
d’Léift. D’Wëssenschaft erfuerscht Naturgesetzer, entwéckelt nei Techniken a stellt d’Wësse fir jiddereen zur
Verfügung. No Abdu’l-Bahâ si souwuel d’Relioun wéi och d’Wëssenschaft onersetzlech: „ Wann ee wéilt
probéieren, nëmme mam Flillek vun der Relioun ze fléien, da géif hie séier an de Sumpf vun der Superstitioun
stierzen, wärend hien anerersäits nëmme mam Flillek vun der Wëssenschaft och kee Fortschrëtt mécht, mee an den
hoffnungslose Morast vum Materialissmuss fale géif. “
Déi allermeeschte vun eis sinn domat d’accord dass mir d’Wëssenschaft brauchen. Sou iwwerrascht et och net, dass
mir an de Bahâ’i Schrëften e Luef fir d’wëssenschaftlech Recherche fannen: „... il n'est guère surprenant de trouver
dans les écrits bahâ'ls l'éloge de la recherche scientifique: "Lafaculté qui mène â l'investigation scientifique des
secrets de la création ... est lepouvoir leplus louable de l'homme, car c'est en l'employant et en l'exergant qu'ily a
amélioration des conditions de la race humaine, que l’acquisition de vertus par l’humanité est rendu possible ..." 1 2
Mee nach laang net jiddereen ass dovun iwwerzeegt dass mir d’Relioun brauchen. 3 Vu ville gëtt Relioun als eng
Quell vu Léift a Spiritualitéit empfonnt, wärend aner d’Relioun als Ursaach vu Fanatissmus a Krich gesinn.
1 Die Bahai Religion, ein Überblick, S.20
2 Communaute intemationale baha'ie, developpement durable
3 Die Bahai Religion, ein Überblick, S.34
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 210 -
D’Bahâ’i gleewen, dass vun all Relioun an hirer ursprénglecher Form onersetzlech Entwécklungsimpulser fir den
Eenzelnen an d’Gesellschaft ausginn. Gëtt d’Relioun awer vun de Mënsche verännert oder mëssbraucht, kann
tatsächlech grousst Leed d’Konsequenz sinn. So heescht et an de Bahâ’i Schrëften: „D 'Relioun sollt all Häerzer
vereenegen a Krich a Streidereien op der Äerd vergoe loossen, Geeschtegkeet ervirbréngen an all Häerz Liicht a
Liewe bréngen. Wann d Relioun zur Ursaach vun Ofnéigung, Haass a Spaltung gëtt, da wär et besser, ouni si ze
sinn, a sech vu sou enger Relioun zréckzezéien, wär e wierkleche reliéise Schrëtt. “
284 Buchvirstellung: De Wee ass d’Zil, Deel 3/17
Sendung 284, 14ten an 15ten Oktober 2005. Kee Mënsch ka vollkomme sinn, awer a jidderengem stécht e
besonnescht, individuellt Potential. Aus Bahâ’i Siicht, kënnt et net esou drop un, u wéi enger Plaz de Mënsch grad a
senger Entwécklung steet, awer méi dorop, dass hie sech sérieux ëm déi eegen Entfalung a Perfektioun beméit.
Bahâ Y Sinn - e Prozess vun engem Wandel an eis selwer. 1 Kee Bahâ’i, egal op hien nei an der Gemeinschaft
Member ass oder scho jorelaang, ka vu sech behaapten, alleguer d’Bahâ’i Geboter a Prinzipien ze verwierklechen.
Bahâ’i sinn bedeit, sech bewosst fir e Prozess vun engem Wandel a sech selwer entscheed ze hunn. Dëse Prozess
kann zu enger wuessender Spiritualitéit féieren, zu enger intensiver Bezéiung zu Gott an dozou, de Sënn vum
Liewen ëmmer besser ze erfaassen. Op dësem Wee, so léieren d’Bahâ’i Schrëften, kann de Mënsch déif
Zefriddenheet a Freed fannen.
No de Bahâ’i Léiere kann de Changement a sech selwer duerch zwee Aspekter encouragéiert ginn. Den éischten
Aspekt ass deen, genuch geeschteg Emärung ze kréien. Genee sou wéi de mënschleche Kierper materiellt Iessen
zum Iwwerliewe brauch, sou brauch déi mënschlech Séil deeglecht Iesse fir sech ze entfalen. Reegelméissegt
Bieden, Meditéieren an d’Liese vun den hellege Schrëfte stäerkt d’Séil an domat och de Prozess vum ënnere
Changement.
Deen zweeten noutwendegen Aspekt ass genuch Aktivitéit. Fir am Beispill ze bleiwen: De Mënsch gëtt krank, wann
hie stänneg ësst, ouni déi gewonnen Energie duerch Beweegung erëm ze verbrauchen. Genee sou muss déi duerch
Gebiet a Meditatioun gewonne geeschteg Energie an Aktioun ëmgesetzt ginn, fir d’Gläichgewiicht ze behalen.
Bahâ'u'llâh schreift: „D’Wiese vum Glawen ass et, wéineg Wierder ze maachen, an eKoup vun Doten opzeweisen. “
Hie füerdert den Eenzelnen op, sech am Alldag virbildlech ze verhalen, sief et an der Famill, am Frëndeskrees, bei
der Aarbecht oder an der Gesellschaft. Wann een de spirituelle Wee mat praktesche Schrëtt geet, ergi sech ëmmer
nei Geleeënheeten, den ënnere Wandel ze fërderen. Bei der Aarbecht kann een zum Beispill frëndlech an
hëllefsbereet sinn oder am Bestietnes léieren, op d’Wuel vum Partner beduecht ze sinn a Selbstsucht ze
iwwerwannen.
Wëllen an Entschlossenheet. „Erfolleg oder Fehlschlag, Gewënn oder Verloscht mussen dowéinst vum eegene
Beméie vum Mënsch ofhänken, Je méi ee strieft, desto gréisser wäert süi Fortschrëtt sinn. “ Den ënnere Wandel
hänkt vum eegene Wëllen an der Entschlossenheet of. ...
Vertrauen op d’Hëllef vu Gott. Déi néideg Energie fir den eegenen Entwécklungsprozess kann een, de Bahâ’i
Léieren no, aus dem Glawen u Gottes Hëllef schëpfen. Wann e Mënsch sech op d’Kraaft an d’Hëllef vu Gott an
d’Schéinheet vun der gëttlecher Schëpfung konzentréiert an dorop, dass hie selwer en Deel vun hir ass, fallt et him
méi liicht, sech net vun den eegene Schwächen ze decouragéieren ze loossen. Zugläicher Zäit wiisst d’Motivatioun,
Schwieregkeeten an Hürden ze iwwerwannen, fir esou déi eege Qualitéiten ëmmer weider ze entfalen. „ ... Setzt äert
ganzt Vertrauen, ...op Gott, deen iech erschafhuet, a siichtSäi Bäistand an all ären Ugeleeënheeten. “
Schwieregkeeten a Wuesstum, Bahâ'u'llâh no, erfëllen d’Problemer eng wichteg Funktioun fir déi mënschlech
Entwécklung. No Léisunge musse sichen hëlleft dem Mënsch dobäi, mat schlechte Gewunnechten opzehalen, sech
aus Ofhängegkeeten ze léisen oder perséinlech Schwächten ze korrigéieren. Et fallt him méi liicht, de Léierprozess
bewosst ze steieren an d’Peng ze iwwerwannen, wann en erkennt, dass an all Leed eng Chance verbuerge läit. „Mir
mussen ëmmer no vir kucken a versichen, an der Zukunft ze erreechen, wat mir an der Vergaangenheet verpasst
hunn. Defaiten, Prüfungen kënnen, wa si richteg benotzt ginn - zum Mëttel ginn, ... eise Charakter ze stäerken. “
285 Buchvirstellung: Deel 4/17
Sendung 285, 21ten an 22ten Oktober 2005. D’Buch fänkt mat enger kuerzer Aféierung un, wien d’Bahâ’i da sinn.
Das dës Relioun am 19te Jorhonnert entstanen ass an dass d’Gemeng schnell gewuess ass. Duemo kënnt den éischte
groussen Deel wat da Bahâ'u'llâh alles léiert. Wat ass d’Gottesbild vun de Bahâ’i? Dass et nëmmen ee Gott gëtt, och
wann Him verschidden Nimm zougeschriwwe ginn, wéi Allah, Gott, Jehova, den Allmächtegen oder Déi éischt
1 Die Bahâ’i Religion, Ein Überblick, S.71
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-211 -
Ursaach. Bahâ'u'llâh erkläert dass d’Wiese vu Gott net beschreifbar an net ze verstoen ass. Da kënnt en Deel iwwer
d’Eenheet vun de verschiddene Reliounen. Dass all Relioun e verännerlechen Deel an en onverännerlechen Deel
huet. „Dass d’Relioune vuneneen oßväichen, ass den ënnerschiddlechen Erfuerdernisse vun den Zäitalter
zouzeschreiwen, an deene si verkënnegt goufen. Dass all Relioun sech emeiert an natierlech Verännerungen
duerchlieft, genee sou wéi den Zyklus vun de Joreszäiten. Bahâ'u'llâh léiert och dass d’Äerd nëmmen ee Land ass.
An dësem Deel vum Buch stellen d’Auteure sech och d’Fro op Weltfridden e Wonschdram ass oder op Weltfridden
onauswäichlech ass. Dozou schreift Bahâ'u'llâh: „D’Wuel vun der Mënschheet, hire Fridden an hir Sécherheet sinn
onerreechbar, soulaang hir Eenheet net fest begrënnt ass. “
Eng aner zentral Bahâ’i Léier ass déi fräi a selbststänneg Sich no der Wourecht.
A wéi verbreet d ’Bahâ ’i Relioun sech dann? Vu dass de Glawe vun engem Mënsch nëmme vun him selwer ofhänke
kann, sinn d’Bahâ’i net fir en opdréngleche Bekéiemngsäifer. Si presentéieren hire Glawen, fir aneren
d’Méiglechkeet ze ginn, d’Léiere vu Bahâ'u'llâh kennenzeléieren a säin Usproch ze préiwen. Wien dësen Usproch
unhëlt, ass e Bahâ’i a ka sech an der Bahâ’i Gemeng registréiere loossen.
D ’Gläichberechtegung vu Frau a Mann ass en anert Kapitel am Buch. Bahâ'u'llâh léiert net nëmmen déi geeschteg
mee och déi sozial Gläichstellung vun de Geschlechter, deemools wéi haut fir Vill eng Erausfuederung.
Relioun a Wëssenschaft sollen Hand an Hand goen a si wéi zwee Flilleke vum mënschleche Geescht, déi
harmonesch zesumme schaffe mussen. D’Relioun vermëttelt ethesch Kriteren, entfalt déi mënschlech Spiritualitéit a
fërdert d’Léift. D’Wëssenschaft erfuerscht Naturgesetzer, entwéckelt nei Techniken a stellt d’Wësse frr jiddereen
zur Verfügung.
Virurteeler ofbauen gëtt aktiv encouragéiert. Kanner kommen ouni Vimrteeler op d’Welt. Eréischt am Laf vun
hirem Liewen iwwerhuele si Virurteeler vun den Elteren an hirem Ëmfeld. Erwuessener musse sech hiren eegene
Vimrteeler bewosst ginn a sech genee sou wéi d’Kanner weltoffen erzéien. Aneschtsinn verstoen a respektéieren ass
eng vun de Viraussetzunge fir e friddlecht Zesummeliewen. ’Abdu'l-Bahâ seet: „D’Âerd ass eng Heemecht;
d’Mënschheet ass eng Famill an ee Stot. Ënnerscheeder a Grenze si kënschtlech, vun de Mënsche gemaach. “
Bahâ'u'llâh léiert dass de Mënsch a senger Wierklechkeet e geeschtegt Wiesen ass. Hie beschreift de Mënsch als e
„Biergwierk, räich un Eedelsteng vun onschätzbarem Wäert“. Duerch eng equilibréiert kierperlech, intellektuell a
reliéis Erzéiung an duerch eegent Beméien kann all Mënsch seng Fäegkeeten an Eegeschaften entwéckelen.
Aner Themen, déi een an dëser Aféierung iwwer de Glawe fënnt, sinn zum Beispill déi zwou Säite vum Mënsch,
d’Fro op dat Béisst existéiert. Wat wësse mir iwwer eis Séil? Wéi en Zesummenhang besteet tëschent der Séil, dem
Verstand an dem Kierper? Dass de Verstand d’Verbindung tëschent der Séil an dem Kierper ass. Duerch de
Verstand ka sech d’Séil am Kierper ausdrécken an de Mënsch rational denken, Saachen erfannen an Zesummenhäng
entdecken. De Verstand ass eng Stäip fir de Mënsch an hëlleft him, Gott, d’Schëpfung a Sech selwer ze erkennen.
An awer, so seet Bahâ'u'llâh, ass d’Séil onofhängeg vum Zoustand vum Verstand oder vum Kierper.
286 Buchvirstellung: D’Liewen nom Doud, Deel 5/17
Sendung 286, 28ten an 29ten Oktober 2005. Am Kapitel: D ’Liewen nom Doud 1 2 fënnt een dëst Zitat vun ’Abdu'l-
Bahâ: „ Wann e Käfeg, an deem e Vugel ass, zerstéiert gëtt, bleift de Vugel onverletzt. ... Dat d’selwecht gëlltfir de
Geescht vum Mënsch. Wann och den Doud säi Kierper zerstéiert, so huet hien awer keng Muecht iwwer säi
Geescht. ..."
Bahâ'u'llâh léiert, dass déi mënschlech Séil nom kierperlechem Doud weiderlieft. Beim Verloosse vum Kierper
kënnt d’Séil an eng Welt, déi weder duerch e Raum oder eng Zäit begrenzt ass. Fir d’Famill vum Verstuerwenen
deet dat dacks wéi, mee fir de Verstuerwene selwer fänkt eng nei Entwécklung un - hie kënnt an eng nei Welt.
D’Bahâ’i Schrëfte vergläichen d’Liewe vun der Séil am Kierper mam Liewe vum ongebuerene Kand am Bauch vun
der Mamm. Aus dësem Vergläich ergi sech e puer Parallelen:
• Dat ongebuerent Kand ka sech déi onvergläichlech gréisser Welt ausserhalb vum Bauch vun der Mamm net
virstellen. Esou kann och de Mënsch sech déi nächst Welt, nom Doud, net virstellen.
• Sou wéi d’Kand bei der Gebuert seng kleng Welt am Mammebauch verléisst, sou kënnt de Mënsch nom
kierperlechen Doud an eng spirituell Welt, fräi vu kierperleche Grenzen. De Kierper entwéckelt am Mammebauch
alles, wat hie spéider fir d’Iwwerliewe brauch, Ae, Been, an sou weider. D’Bedeitung vu ville Kierperdeeler weist
sech awer eréischt no der Gebuert. Am Mammebauch schénge si iwwerflësseg.
1 Die Bahâ Y Religion, Ein Überblick, Verlag OLZOG
2 2 Die Bahâ Y Religion, Ein Überblick, Verlag OLZOG
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 212 -
• D’Bahâ’i Schrëfte soen, dass de Mënsch wärend sengem kierperlechem Liewen seng geeschteg-spirituell
Potentialer entwéckle muss, fir och kënnen an der geeschteger Welt ze gesinn, oder lafen ze kënnen. Nom
kierperlechem Doud entdeckt d’Séil d’Bedeitung vum Glawen, Freed oder Léift. Am Bauch vun der Mamm féiere
Wuesstumsmängel zu Kierperbehënnerungen; vergläichbar kann e klengt geeschtegt-spirituellt Wuesstum wärend
dësem Liewen op der Welt zu Aschränkungen an der nächster Welt féieren.
• D’Kand am Bauch vun der Mamm ass der Welt ronderëm ganz no, obschonns et si weder kennt, oder versteet.
Et kann zum Beispill Musek héieren a spiert Beréierunge vum Bauch vun der Mamm. Et reagéiert och op Aflëss vu
baussen. Genee sou lieft de Mënsch net nëmmen an enger materieller, mee hien ass och ëmgi vun enger geeschteger
Welt, a gëtt esou beaflosst, mee e kann se awer net direkt erfaassen, verstoen.
• Neit Liewen entwéckelt sech schrëttweis an der Gebärmutter, vun der Eezell déi befrucht gëtt bis zum Kand wat
prett ass, gebuer ze ginn. Genee sou, erkläert Bahâ'u'llâh, duerchleeft de Mënsch op dëser Welt verschidden
Entwécklungsstadien. No sengem kierperlechen Doud geet et weider. De mënschleche Geescht geet duerch „ Welte
vu Gott“, déi „ouni Zuel an onendlech wäit“ sinn.
• Et gëtt awer och Ënnerscheeder tëschent der Entwécklung am Bauch vun der Mamm an der Entwécklung no der
Gebuert. Wärend dat ongebuerent Kand wiesst fir an eng materiell Welt ze kommen, bereet de Mënsch sech wärend
sengem irdesche Liewen op en éiwegt geeschteg-spirituellt Liewe fir. Ausserdeem kann dat ongebuerent Kand net
iwwer säi kierperlecht Wuesstum entscheeden. Soubal hie gebuer ass, kann de Mënsch dogéint seng eegen
Entwécklung beaflossen an ass och dofir verantwortlech.
287 Buchvirstellung: D’Liewen nom Doud, Deel 6/17
Sendung 287, 4ten an 5ten November 2005. An der Zäit vun Allerhellegen an Allerséile fanne sech vill Leit op de
Griewer fir un hir verstuerwe Famill a Frënn ze denken. Wa mir an eiser leschter Emissioun héieren hunn wat de
Bahâ’i Glawen iwwer d’Liewen nom Doud seet, kucke mir haut wat Bahâ'u'llâh iwwer d’Onstierflechkeet vun der
Séil seet. 1
D’Weiderliewe vun der Séil nom Doud léisst sech naturwëssenschaftlech kaum beweisen an de Géigendeel
allerdéngs genee sou wéineg. D’Bahâ’i Schrëfte ginn awer genuch Unhaltspunkten, sou zum Beispill deen heiten:
De mënschleche Kierper, ass wéi alles wat materiell ass, aus Elementen zesummegesat, an alles wat zesummegesat
ass ënnerläit natierlechen Zerfallsprozesser, an ass esou dem Doud ënnerworf. „Mat der Séil ass et anescht. D ’Séil
ass keng Verbindung vun Elementer. Si ass net aus villen Atomen zesummegesat. Si besteet aus eppes Ondeelbarem
an ass dofir éiweg. Si steet also ganz ausserhalb vum Beräich vun der phvsescher Schëpfung. Si ass onstierflech. “
Kucke mir elo e puer Froen iwwer d’Stierwen, den Doud an d’Weiderliewen. Behale mir nom Doud eis
Individualitéit an onst Bewosstsinn? Wäerte mir Frënn a Famill erëmgesinn?
„D 'Bahâ ’iLèiere soe ganz däitlech, dass et wuel méiglech ass, an der nächster Welt d’Verbindung mat deene
sécherzestellen, déi mir gär hunn. D ’Séil behält hir Individualitéit an hiert Bewosstsinn nom Doud a ka mat anere
Séilen a Verbindung trieden. Dës Gemeinschaft ass awer reng geeschteg an hängt vun der selbstloser Léift vun de
Mënschen fir eneen of. “
Gëtt et Reinkarnatioun? D’Bahâ’i Relioun léiert, dass et keng kierperlech Wiedergebuert an d’materiell Welt gëtt.
Mat engem bildleche Vergläich ausgedréckt heescht dat: No der Gebuert kann a wëll de Mënsch net méi an de
Bauch vun der Mamm zréckgoen.
Liewen all Séile weider? Gëtt et en Himmel oder eng Häll? All Séile sinn onstierflech a liewen nom Doud vum
Kierper weider. „Himmel an Häll sinn Zoustänn vun eis selwer. “ Himmel beschreift den Zoustand wou een no zu
Gott ass, an d’Häll ass den Zoustand wou ee wäit ewech ass vu Gott.
Ka sech d’Séil nom Doud weiderentwéckelen? Weiderentwécklung ass éiweg méiglech. Gebieder, gutt Wierker am
Numm vun engem Vertuerwenen an d’Gnod vu Gott beaflossen d’Entwécklung vun der Séil an der geeschteger
Welt.
Wat geschitt wa jonk Mënsche stierwen? ’Abdu'l-Bahâ schreift dozou: „ Wann esou eppes geschitt, dann ënnerläit
dat der onerfuerschlecher Wäisheet vu Gott. Et ass esou, wéi wann e gudde Gäertner eng jonk, zaart Planz vun
enger Plaz ewech hëltfir si an e grousst oppent Feld zeplanzen. Dës Ëmplanzung bedeit net, dass d’Planz verwielt,
méi kleng gëtt oderfutti geet. Am Géigendeel, dës Ëmplanzung léisst si wuessen a gedeien, gëtt hir eng extra
Frëschheet, léisst si gréng ginn a Friichten droen. Dëst verbuergent Geheimnis ass dem Gäertner wuel bekannt;
nëmme Séilen, déi sech dees net bewosst sinn, soen, dass de Gäertner dat aus Roserei an Ierger mécht. “
1 S.28 Die Bahâ Y Religion, Ein Überblick, Verlag OLZOG
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-213 -
Wat denken d’Bahâ’i iwwer de Suicide? Munch Liewensëmstänn schéngen onerdrolech. Mee dat kierperlecht
Liewen ass e Geschenk vu Gott, geschaf als noutwendeg Wuesstumszäit, déi op dat geeschtegt Liewe virbereet.
Dofir schued et nëmme, wann een éischter mam Liewen ophält. Dofir akzeptéiert d’Bahâ’i Léier de Suicide net.
Qualvoll Situatioune kënnen ouni Auswee erschéngen. Mee et gëtt ëmmer e Wee. All Mënsch ass fir sech selwer
responsabel. Doriwer hinaus, kënne säin Ëmfeld oder och professionnell Beroder him hëllefen, seng Problemer ze
meeschteren.
288 Buchvirstellung: De Sënn vum Liewen, Deel 7/17
Sendung 288, llten an 12ten November 2005. De Sënn vum Liewen. 1 Dës Fro gehéiert zu den Haaptheme vun all
Relioun. De Bahâ’i Schrëften no geet et drëm, seng eegen Natur ze erkennen, an déi eege Séil op e Liewen a
geeschtege Welte virzebereeden oder der Mënschheet ze déngen. ... De Mënsch ass deen eenzegen, dee säi
Schëpfer bewosst kann erkennen, deen eenzegen, dee ka geeschteg-spirituell Qualitéiten entwécklen, an deen
eenzegen, deen déi kann an d’Praxis ëmsetzen.
D’Bahâ’i betruechten déi mënschlech Séil als onstierflech. Si ass op enger éiweger Entdeckungsrees a si wiesst
stänneg. Op dëser Rees ass de Mënsch fir d’éischt mat sengem Kierper un déi materiell Welt gebonnen. En
entwéckelt lues a lues säi Verstand, deen him hëlleft, net nëmmen déi materiell, mee och déi spirituell Realitéit ze
erfuerschen: D’Séil kann hire Schëpfer an hiert eegent Potential erkennen. D’Séil kann all déi verstoppte gëttlech
Eegeschaften an hir entwécklen. D’Séil kann och begräifen, dass Gott si aus Léift erschafen huet a sech
entscheeden, dëser Léift z’äntweren. Bahâ'u'llâh schreift: „ Vu ganzem Häerzen hunn ech mir gewënscht, dech ze
erschafen, also hunn ech dech erschaf. Sief du elo frou mat Mir, fir dass ech däin Numm soen an deng Séil mam
Geescht vum Liewen erfëllen. “
Ausserdeem kann d’Séil och d’Wiese vun dësem ierdesche Liewe begräifen: Déi materiell Welt stellt alles fir dat
kierperlecht Liewe bereet - si ass awer vergänglech. Bahâ'u'llâh vergläicht si mat enger Fata Morgana.
„D ’Welt ass nëmmen e Schäin, eitel an eidel, einfach Näischt, dat der Wierklechkeet gläicht. Hänkt är Léift net do
drunner. ... A Wierklechkeet, soen Ech, d’Welt ass wéi d’Loftspigelung an der Wiist, vun där den Duschterege
mengt, dass si Waasser ass, an zu där hie mat aller Kraaft histrieft, bis wann e méi no ass an erkennt, dass et eng
Täuschung ass. “
D’Bahâ’i Relioun léiert, dass d’Séil op dëser éiweger Rees ëmmer Hëllef fanne kann, zum Beispill duerch
d’Féierung, déi him d’Schrëfte vun de Reliounsstëfter schenken, oder duerch d’Gebiet. Op de Mënsch sech elo
beméit, u senge geeschteg-spirituell Qualitéiten ze schaffen, oder op hie säi Liewen ausschliesslech op materiell
Saache riicht, läit ganz a senger Verantwortung. Wann de Kierper stierft, setzt d’Séil hir éiweg Rees mat deene
spirituelle Fäegkeete fort, déi hie sech ugëeegent huet. Je besser d’Séil dës Fäegkeeten entwéckelt huet, wat der Séil
de weidere Wee méi liicht fällt.
Fir ofzeschléissen, hei nach dës Invitatioun fir eis Radio ARA Nolauschterer, déi eis e Freideg nolauschteren. Dëse
Weekend invitéiert déi Mamer Bahâ’i Gemeng iech am Mamer Schlass fir d’Gebuertsdagsfeier vu Bahâ'u'llâh, dem
Begrënner vum Bahâ’i Glawen, um aacht Auer owes. Bahâ'u'llâh huet vun 1817 bis 1892 gelieft. No enger
audiovisueller Presentatioun gëtt et e musekalesche Programm mat der weltbekannter Violonistin, d’Martha
Khadem-Missagh, e Violin Solo vum J.S. Bach, d’Partitur Nr2 an d-mineur. Duerno gëtt et e flotte Buffet.
289 Buchvirstellung: Firwat brauche mir Relioun? Deel 8/17
Sendung 289, 18ten an 19ten November 2005. Firwat brauche mir Relioun? 1 2 Wärend verschidde Leit Relioun als
eng Quell vu Léift a Spiritualitéit ëmfannen, ass et fir aner Leit eng Ursaach vu Fanatismuss a Krich. D’Bahâ’l
gleewen, dass vun all Relioun, an hirer ursprünglicher Form onersetzlech Entwécklungsimpulser fir den Eenzelnen
an d’Gesellschaft ausginn. Wann de Mënsch awer d’Relioun verännert oder mëssbraucht, kann tatsächlech grousst
Leed d’Konsequenz sinn. Sou heescht et an de Bahâ’i Schrëften: „D'Relioun sollt all Häerzer vereenegen a Krich a
Streidereien op der Äerd vergoe loossen, a Geeschtegkeet bréngen. Relioun sollt all Häerz Liicht a Liewe bréngen.
Wann d’Relioun zur Ursaach vun Ofneigung, Haass a Spaltung gëtt, da wär et besser, ouni d’Relioun ze sinn, a
sech vu sou enger Relioun zréckzezéien, wär dann a wierklech reliéise Schrëtt. “
Relioun ass e spirituelle Wee. ’Abdu'l-Bahâ schreift: „De Mënsch ass ëmmer op dat méi Héicht geriicht, a säin
Truechten geet no uewen ... D ’Striewen no Erhéijung ass eent vun de mënschleche Kennzeechen. “
1 Die Bahâ Y Religion, Ein Überblick, s.30 Verlag OLZOG
2 Die Bahâ Y Religion, Ein Überblick, s.30 Verlag OLZOG
Bahâ Y Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 214 -
Aus der Bahâ’i Siicht hëllefe reliéis Léieren dem Mënsch, seng spirituell Eegeschaften ze erkennen an ze
entwécklen. All Mënsch sehnt sech no Léift an Zefriddenheet. Wann hie säi Gléck nëmmen an der Verännerung vu
baussescht Ëmstänn sicht, wäert en et net fannen. Hie mécht sech da vu sengem Ëmfeld ofhängeg, dat heescht hie
gëtt ofhängeg vun deem wat vergänglech ass. Hie ka sech awer vun dëser Ofhängegkeet lassléisen, wann hie sech
Gott zoudréint, am Gebiet, der Meditatioun an déiwem Nodenken. Spirituell Erfahrunge ginn engem eng ongeahnt
Kraaft. Dës Kraaft hëlleft engem, mat den Erausfuerderunge vum Liewe geloossen a voll Vertrauen ëmzegoen.
Am Alldag sicht de Mënsch dacks Befriddegung am fmanziellen Erfolleg, an der Wäermt vun der Famill, a sengem
Status an der Gesellschaft, oder och a kierperlechen Extremerfahrungen. Wann dës Ziler den eenzege
Liewensmëttelpunkt bleiwen, kann de Mënsch awer einfach keng Zefriddenheet kréien. Ganz séier verflitt de
Rausch an e brauch déi nächst Befriddegung vu baussen, fir sou kënnen dat Gefill vun Eidelsinn a sech selwer ze
iwwerbrécken. Dëst Gefill sech eidel ze spieren kann ëmmer dann entstoen, wann d’Besoine vun der mënschlecher
Séil net gestëllt ginn. D’Séil leid Honger, si ass duschtereg. D’Ernährung vun der Séil kënnt aus der Spiritualitéit an
d’Quell dovun ass d’Relioun.
Wéi ass et mat der Autoritéit an de Gesetzer? Bahâ'u'llâh erkläert, dass reliéis Léiere méi si wéi einfach nëmmen
eng Opzielung vu Geboter a Verboter: Si féieren de Mënsch zu Zefriddenheet a wierklecher Fräiheet. Dofir sinn dës
Geboter en Zeeche vun der Léift Gottes. Geboter sollen aus Léift net aus Angscht virun der Strof befollegt ginn.
Dat mënschlecht Verständnes ënnerläit natierleche Gesetzer. Déi mënschlech Perceptioun huet hir Limiten. Dofir
ass de Mënsch net amstand, onfeelbar Kriterien ze setzen a Kriterien déi fir all Mënsch gläich sinn. Déi mënschlech
Kriterie sinn ëmmer nëmmen e Resultat vun der Vemonft, der Erfahmng an der kultureller Prägung. Wäerter,
Normen a Reegelen, déi fir jidderee verbindlech solle sinn, kënne nëmme vun enger héijerer Autoritéit, also vu Gott
a senge Bote kommen.
290 Buchvirstellung: Aspekter am deegleche Liewe vun engem Bahâ’i, Deel 9/17
Sendung 290, 25ten an 26ten November 2005. D’Gebiet, d’Meditatioun an d’Liesen an den hellege Schrëften,
Aspekter am deegleche Liewe vun engem Bahâ’i. 1 Zu de Bahâ’i Schrëfte gehéiere vill Gebieder vu Bahâ'u'llâh,
dem Bâb oder ’Abdu'l-Bahâ. Si bezéie sech op ënnerschiddlech Liewensaspekter an Uläss. D’Gebieder gi souwuel
aleng gesot wéi och an der Gemeinschaft. De Gleewegen entscheed selwer, wéini hie bied, wéi hie bied a wou hie
bied; eng extra Stellung hëlt do dat deeglecht Gebiet, wat op eng bestëmmte Manéier gesot gëtt.
D’Gebiet ass eng bewosst Kommunikatioun mat Gott. D’Gebiet ass déi stäerkste Kraaft fir seng Séil ze entwécklen.
Duerch d’Gebiet erkennt de Mënsch seng Léift zu Gott an hie fleegt se. Wann een en anere Mënsch gären huet, ass
et kloer, dass een sech wënscht, no bei him ze sinn an das ee wëllt mat him schwätzen. D’Bahâ’i Schrëften erklären,
dass wann ee Gott gären huet, säi Verlaangeren no him am Gebiet stëlle kann. Am Zoustand vum Gebiet besënnt de
Mënsch sech op säi wierklecht Ënnerst, säin Ech an hie beräichert esou seng Séil. Doduerch ka sech eng déif
ënnerlech Freed entwécklen. Dësen Zoustand offréiert engem eng Quell vu Kraaft an Inspiratioun fir an all
Liewenslag.
Am Gebiet kann de Mënsch och Hëllef fir schwéier Situatioune fannen; et kann him méi kloer ginn wéi e Wee hien
huele soll. Gott kennt a versteet dat Ënnerst vun all Mënsch. Gott huet de Mënsch gär, a weess besser wéi hie
selwer, wat gutt fir hien ass. Dofir ka sech de Mënsch am Gebiet dem Härgott zoudréien a kann hien ëm Hëllef
froen, wat hie maache soll. Bahâ'u'llâh verséchert, dass jiddereen, deen opriichteg ëm Hëllef freet, erhéiert gëtt.
Wéi ass et dann elo mat eiser ënnerer Haltung beim Bieden? D’Bahâ’i Léiere soen, dass biede vill méi ass, wéi
einfach nëmme Verser ze liesen oder Ritualer ze befollegen. Wichteg ass eben déi ënner Haltung vun deem dee
bied. ’Abdu'l-Bahâ beschreift dës ënner Haltung sou: „Mir mussen duerno striewen, dësen Zoustand,
(d’Kommunikatioun mat Gott) doduerch ze kréien, dass mir ons vun alle Saachen a vun alle Mënsche fräimaachen
an dass mir ons Gott zoudréien. Et gëtt vum Mënsch e bëssen Ustrengung erfuerdert, fir dësen Zoustand ze
erlaangen, well hie muss sech drëm beméien an duerno striewen. “
Komme mir elo zur Meditatioun. An der Bahâ’i Relioun gëtt et keng festgeluechte Meditatiounsform. Zwar gehéiert
reegelméisseg Meditatioun zum Bahâ’i Glawen, awer wéi een dat mécht ass jidderengem fräigestallt.
Meditatioun bedeit déift Nodenken, an enger ënnerer Haltung wéi beim Gebiet. Beim Meditéiere beméit de Mënsch
sech, gedanklech an emotional fräi ze gi vun der Welt a vu sech selwer. An der Stëll dréint hie sech dem
Spirituellen zou.
Wärend de Mënsch beim Biede mat Gott schwätzt, ass d’Meditatioun d’Kommunikatioun mat senger eegener Séil.
Meditatioun ass eng Fäegkeet vum mënschleche Geescht. De Mënsch mécht sech op fir d’Erkenntnis a fir gëttlech
1 Die Bahâ ’i Religion, Ein Überblick, s.30 Verlag OLZOG
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 215 -
Inspiratioun. Meditatioun kann een op vill Manéiere maachen. D’Bahâ’i Léieren ermuddegen, besonnesch iwwer
déi helleg Schrëften ze meditéieren, an dat fir se besser ze verstoen an ëmsetzen ze kënnen. Als en einfachen Akt
vun andächteger Meditatioun soen d’Bahâ’i all Dag fënnefannonzegmol de Gréissten Numm, Allâ’uAbhâ, Gott den
Allherrlechen.
D’Bahâ’i Schrëfte soen, dass d’Meditatioun de Schlëssel zu den Diere vun de Geheimnisser ass; dass d’Fäegkeet ze
meditéieren, de Mënsch vu senger déierescher Natur befreit. ... Erfmdunge ginn esou méiglech, grouss Saache ginn
an d’Liewe geruff.
Bahâ’u'llâh betount, dass ausser der Meditatioun, dat deeglecht Liesen an den Hellege Schrëfte wichteg ass. Wie si
all moies an owes studéiert, kann domat d’Konnektioun zur Kraaft vum gëttleche Wuert oprecht erhalen. Souguer
d’Liese vun engem eenzege Saz kann dësen Zweck erfëllen. Entscheedent ass, wéi ee liest an dass een iwwer den
Text nodenkt. “Eng Stonn Nodenken ass méi wäert wéi siwwenzeg Joer frommer Andacht. ”
291 Buchvirstellung: De Charakter, Deel 10/17
Sendung 291, 2ten an 3ten Dezember 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer. An eise leschten Emissiounen hu mir
scho kuerz déi nei däitsch Aféierung an de Bahâ’I Glawe virgestallt. Haut kucke mir eis e weideren Deel vum Buch
méi genee un. 1 Charakterbildung, Aspekter am deegleche Liewe vun engem Bahâ’i.
D’Reliounsstëfter hunn ëmmer schon ethesch Richtlinie festgeluecht, fir de mënschleche Charakter ze formen a méi
eedel ze maachen. D’Grondwäerter vun de verschiddene Relioune gläiche sech, obwuel ënnerschiddlech
Schwéierpunkte gesat goufen.
Och de Stëfter vun der Bahâ’i Relioun, Bahâ'u'llâh, betount a senge Schrëften ëmmer nees déi immens Bedeitung
vun engem gudde Charakter an erkläert, wat e gudde Charakter ausmécht. Bahâ'u'llâh schreift: „Loosst all Moie
besser sinn wéi den Owend virdrun a loosst all neien Dag méi räich gi wéi dee viregen. “
Charakterbilden ass e Prozess deen ni ophält. Et hëlleft dobäi, all Dag säin eegent Handeln ze iwwerpréifen. Wie
sech beméit, schrëttweis seng perséinlech Stäerkten ze festegen a seng Schwächten ze iwwerwannen, fördert déi
eegen Entwécklung - soguer wann e sech dees am Ufank net bewosst ass. Op länger Zäit dréit e sou eng Beméiung
zu enger positiver Charakterbildung bäi, och wann et emol Réckschléi ginn. Sech mat enger Dugend ze befaassen
ka schonn duergoen, fir d’Entwécklung vu weidere gudden Eegeschaften an d’Weeër ze leeden. Wann een zum
Beispill Frëndlechkeet ustrieft, kënnt do och dobäi Hëllefsbereetschaft a Mattgefill.
Kucke mir elo e puer Charaktereegeschaften, déi an de Bahâ’I Schrëften als besonnesch essenziell erviergehuewe
ginn. Bahâ'u'llâh gëtt der Héiflechkeet en héije Stellewäert. Hie seet dass et Fürstin vun den Dugenden ass.
Mënschlech Entfriemung oder Ofneigung verschwannen, wann ee sengem Géigeniwwer éierlech Héiflechkeet a
Léift weist. Héiflechkeet muss wahrhafteg sinn a Wahrhaftegkeet muss vun Héiflechkeet begleet sinn.
Eng aner wichteg Dugend ass d’Léift zum Matmënsch. „D ’Ursaach firwat all ierdesch Wiesen erschaf goufen, war
d’Léift ... “ schreift Bahâ'u'llâh. E Bahâ’i beméit sech ëm d’Léift vu Gott. Dës Léift spigelt sech erëm an der Léift
zum Matmënsch. Dobäi spillen d’Origine, de Glawen oder charakterlech Schwächte vun engem Mënsch keng Roll.
’Abdu'l-Bahâ schreift: „ Wann et nëmme geet, fänkt eng Käerz vun der Léift un, ëmmer wann dir ee begéint, an
ermuddegt ... all Häerz. Suergt iech ëm de Friemen esou wéi wann et ee vun äre wär, weist Auslänner déi gläich
Léift a Guttheet wéi ären treie Frënn. Sollt ee Sträit mat iech sichen, probéiert hien als e Frënn ze gewannen... “
Eng aner Dugend ass, net schlecht iwwer aner Leit schwätzen. Haut gehéiert dat praktesch zu all normalem
Gespréich. Deene wéinegsten ass et bewosst wéi schlëmm d’Konsequenz ass, wann ee schlecht iwwer aner Leit
schwätzt. Dacks gëtt eng Persoun vun anere rejetéiert, obwuel een der Persoun nach ni begéint ass. Mobbing op der
Aarbechtsplaz, d’Ausgrenzung am Frëndeskrees oder och Virurteeler entstinn dacks duerch de Fait dass ee schlecht
iwwer aner schwätzt. Bahâ'u'llâh schreift: „D ’Zong ass dofir do, Guddes ze soen; mat se net knaschteg an deem dir
schlecht iwwer aner Leit schwätzt. “
Dës Dugend wierkt sech net nëmmen negativ op deen aus, iwwer dee schlecht geschwat gëtt. Si belaascht och deen,
dee sech um Gerieds bedeelegt, och wann en domat just wéi eng Aart Ventil fir seng Roserei ass. Bahâ'u'llâh
schreift dass dës Dugend d’Liicht vum Häerz erläscht a wamt: „Schwätz net iwwer d’Sënner vun aneren, soulaang s
du selwer e Sënner bass... “
Dat heescht awer net dass een e Problem soll ënnert den Teppech kieren oder dass ee soll d’accord si mat all
Feelbehuelen. Et gëtt vill méi drëm, konstmktiv mat Schwieregkeeten ëmzegoen a Léisungsweeër ze sichen, ouni
sech selwer fir eppes Besseres ze halen oder schlecht iwwer anerer ze schwätzen. 1
1 Die Bahâ ’i Religion, Ein Überblick, s.30 Verlag OLZOG
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 216 -
292 Buchvirstellung: Dat Gutt gesinn, Deel 11/17
Sendung 292, 16ten an 17ten Dezember 2005. Aspekter vum deegleche Liewen. Dat Gutt gesinn !
« Et daerf een an all mënschlechem Wiesen nëmmen dat gesinn, wat derwäert ass, gelueft ze ginn. Wann een esou
handelt, kann ee Frënd si mat der ganzer Mënschheet. Betruechte mir d’Mënschen awer vum Standpunkt vun hire
Feeler, dann ass et eng extrem schwéier Aufgab, mat hinne frëndlech ze sinn. » 1 2
An aneren dat Gutt ze gesinn gehéiert sécher zu enger wichteger Charaktereegeschaft. Well all Mënsch selwer
Schwächten huet, ass et net an der Rei, sech mat de Feeler vun aneren ze befaassen. Bahâ'u'llâh léiert, dass de
Mënsch potential all déi gëttlech Eegeschaften a sech dréit. D’Léift zum Matmënsch fällt méi liicht, wann een un
dëst Potential denkt.
Dat léisst sech praktesch esou ëmsetzen, andeems ee méiglechst op déi positiv Eegeschafte vun deem anere kuckt an
iwwer seng Feeler ewechgesäit. Domat soll net blann Guttgleewegkeet, awer en harmonescht Zesummeliewen
encouragéiert ginn.
Freed. « Geeschteg Gléckséilegkeet ass déi wierklech Grondlag vum mënschleche Liewen, well d’Liewen ass wéinst
dem Gléck erschaf ginn, net wéinst der Suerg a wéinst der Freed an net wéinst dem Leed. »
D’Bahâ'i Schrëfte sinn dergéint, sech strikt allem ze enthalen, sinn dergéint, dass ee ganz als Einsiedler lieft, si géint
Selbstveruechtung oder Selbsterniddregung. Villméi ermuddegen si een zu enger opener a liewensfrouer Haltung
mat Freed, Humor a Freelechkeet.
'Abdu'l-Bahâ betount a senge Bréiwer an Usproochen ëmmer nees d’Noutwendegkeet, glécklech ze sinn. Sou seet
Hien: « Ech wënschen, dass dir glécklech sidd ..., dass dir laacht, straalt an iech freed, fir dass anerer duerch iech
glécklech ginn. »
Demutt: Demutt ass aus Bahâ'i Siicht eng wesentlech Viraussetzung fir déi mënschlech Entwécklung. All Mënsch
huet seng Eegeschaften a Fäegkeete vu Gott kritt a brauch seng Hëllef, fir si entfalen ze kënnen. Dofir léieren all
Reliounen d’Demutt viru Gott. Stolz hënnert de Mënsch dorunner, d’Absicht vu Gott an déi méi déif Bedeitung vun
den hellege Schrëften ze erkennen. Demutt erfuerdert, dass ee sech anere Mënschen net iwwerleeë fillt. Et sollt een
am Ëmgank mat hinnen op si fir nei Erfahrungen a Point de Vuen. Et kann ee vu jidderengem eppes léieren an
doduerch ënnerlech wuessen. Den Demiddege ka méi liicht eege Schwächten an Onzoulänglechkeeten
iwwerwannen an ophalen, aner einfach ze kritiséieren oder si ze veruerteelen. Mat Demutt schützt de Mënsch sech
dovunner, sech selwer als Kritère fir all Saachen ze betruechten.
293 Buchvirstellung: Berodung, Deel 12/17
Sendung 293, 23ten an 24ten Dezember 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer. Och an dëser Emissioun kucke mir e
weideren Deel aus der neier Aféierung an de Bahâ’i Glawen. Bahâ’i Berodung, matenee schwätzen an
Entscheedunge fannen. 3
An dëse Feierdeeg, wou d’Famill a Frënn sech erëmgesinn, ronderëm d’Iessen, ass genuch Zäit do fir zesummen ze
schwätzen, ze diskutéieren an iwwer villes ze beroden.
Bahâ’i Berodung ass eng Form vun Austausch, déi op ethesche Prinzipper berout. Mat hir kann ee konstruktiv
Léisunge fannen an zerguttsten Entscheedungen treffen. Bahâ'u'llâh schreift: „Berot mateneen an allen
Ugeleeënheeten, well Berodung ass d'Luucht vun der Féierung déi de Wee weist an Asiicht schenkt. “
Bahâ’i Berodung kann een an alle Liewensberäicher uwenden. Si kann agesetzt gi fir perséinlech Problemer ze
klären, an der Famill oder am Beruffsliewen. Si ass d’Basis fir d’Aaarbecht an de Bahâ’i Gemengen.
D’Zil vun der Berodung ass et, méiglechst déi beschte Léisung fir déi jeeweileg Fro ze fannen. De fräie
Gedankenaustausch vun de Bedeelegten ass d’Grondlag. Nom Bahâ’i Verständnes erschéngt de „stralende Fonke
vun der Wourecht ... nëmme nom Zesummeprall vu verschiddene Meenungen. “
Entscheedend ass dobäi dass am Mëttelpunkt vun der Berodung net méi d’Duerchsetzung vun eegene Usiichten
oder Interesse stinn, mee eng Léisung déi fir de Problem passt. Fir dës Léisung ze fannen, gi villfalteg Point de Vuë
a Virschléi vun all de Bedeelegte genotzt. Viraussetzung ass eng Atmosphäre wou Vertraue besteet an déi op
d’Eenheet ausgeriicht ass. D’Bahâ’i Berodung erfuerdert eng nei Haltung an Denkweis. D’Zil ass net e Schäifridden
1 Die Bahâ Y Religion, Ein Überblick, s.50 Verlag OLZOG
2 Die Bahai Relioun, Ein Überblick
3 Die Bahâ Y Religion, Ein Überblick, S.58
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 217 -
oder e Kompromëss mee et geet bei dëser Berodung drëm d’Wourecht ze fannen. De Prozess, dee fir eng Eenegung
op dëser Basis noutwendeg ass, ka fir déi Berodend e groussen Défi sinn. D’Qualitéit vun de Resultater ass dovun
ofhängeg, wéi gutt déi Bedeelegt d’Berodungsprinzipper verstinn, verënnerlechen an ëmsetzen.
Hei elo e puer Aspekter vun der Bahâ’i Berodung: Virun der Berodung zesumme bieden. Wärend der Berodung
seng Meenung fräi an oppe soen; no der Wourecht sichen an net dauemd op seng eege Meenung bestoen; den
Diskussiounsgéigestand vun der Persoun trennen; Bescheidenheet, Demutt, Respekt vimn deem wat déi aner soen,
Gedold bei Schwieregkeete, all dat sinn nëtzlech Dugende fir déi, déi zesumme beroden; d’Manéier wéi geschwat
gëtt ass wichteg, dat heescht mat Héiflechkeet an net iwwerdriwwen. Fir eng weider Zesummenaarbecht ass et
wichteg Haromie an Eenheet ze behalen.
Ofschléissend a passend zu dëser Joreszäit eng kleng Geschicht erzielt vum Raol Follerau: Ech hat en Dram: E
Mënsch ass virum Geriicht vum Herrgott erschéngen an huet gesot: „Kuck, Herr, ech hunn däi Gesetz beuecht,
hunn näischtfalsches an näischt béises gemaach. Herr, meng Hänn si reng. “ An den Herrgott äntwert him: „ Ouni
Zweiwel si se reng, awer si sinn eidel.
294 Buchvirstellung: Bestietnes a Famill, Deel 13/17
Sendung 294, 30ten an 31ten Dezember 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer. Och an dëser Emissioun kucke mir e
weideren Deel aus der neier Aféiemng an de Bahâ’i Glawen. Aspekter vum deegleche Liewen. Bestietness a Famill 1 2
D’Famill ass déi klengste gesellschaftlech Eenheet. An der Famill kënne Verhalensweise fir den Zesummenhalt
erléiert a geübt ginn. D’Bestietnes ass no de Bahâ’i Léieren d’Basis vun der Famill. Bahâ'u'llâh beschreift si als eng
„fest Buerg wou et engem gutt geet a wou ee sécher ass.“ Si offréiert de Partner e vertraut a séchert Ëmfeld wou si
sech kënnen zesummen entwécklen an eng Famill grënnen.
,,Bahâ ’l Bestietnes bedeit dass déi zwee Partner sech unenee bannen an et bedeit déi géigesäiteg Zouneigung am
Denken an am Fillen. Si musse sech awer mat vill Fangerspëtzegeßll beméien, mat der Wiesenaart vun deem anere
grëndlech vertraut ze ginn, sou dass de feste Bond tëschent hinnen eng éiweg Verbindung gëtt. Hiert Bestriewe
muss sinn, léif Partner ze sinn afir ëmmer an éiweg mateneen eens ze sinn. ... E wierklecht Bahâ Y Bestietnes
bedeit, dass Mann a Fra kierperlech a geeschteg sollen eens sinn, dass si sech een deen aneren stänneg an hirem
geeschtege Liewe vervollkommnen a sech an alle Welte vu Gott éiweger Eenheet erfreeën. Dat ass d 'Bahâ ’i
Bestietnes. “
D’Koppel kënnt sech dësem Eenheetsideal duerch stännegt Beméie méi no. Zu enger glécklecher Bezéiung
gehéieren ënnert anerem, dass allebeid total trei sinn, sech een deem anere ganz zoudréien, Loyalitéit, Gedold,
Selbstaufopferung an opriichteg Léift. D’Partner musse sech ausserdeem géigesäiteg esou akzeptéieren, wéi si sinn,
a sech an hirer Entwécklung ënnerstëtzen. Léift a Vertrautheet wuessen, wa jiddereen déi wäertvoll Eegeschaften a
Potentialer vum aneren unerkennt. Dobäi hëllefe géigesäitege Respekt a sech op d’Stäerkte vum Partner
konzentréieren.
D’Bestietnes ass en Übungsterrain fir vill gesellschaftlech Prinzipper, zum Beispill fir Gläiberechtegung. Fra a
Mann sollte wéi zwee enk Frënn sinn, „déi géigesäiteg op d’Wuel vum anere beduecht“ sinn. E weidert wichtegt
Prinzipp ass déi aktiv Léift zu de Matmënschen. Op e gemeinsamt Zil hinn ze schaffen, stäerkt d’Bestietnes.
Besonnesch wierksam ass dobäi, zesummen aneren ze déngen.
D’Bedeitung vun der Sexualitéit, dat heescht d’Ausiibung vum Geschlechtsdrang, gëtt an de Bahâ’i Schrëften
ausdrécklech als en „natierlecht Recht vun all Mënsch “ unerkannt. Eng Ënnerdréckung vun der Sexualitéit gëtt
ofgeleent; all Mënsch, ob Mann oder Fra, sollt awer den eegene Geschlechtsdrang kontrolléieren. Sexuell
Enthalsamkeet ausserhalb vum Bestietnes ass de Bahâ’i Schrëften no e wichtege Grondsteen fir tragfäeg
Bezéiungen opzebauen.
295 Buchvirstellung: Gesondheet, Deel 14/17
Sendung 295, 6ten a 7te Januar 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer. Och an dëser Emissioun kucke mir e
weideren Deel aus der neier Aféierung an de Bahâ’i Glawen. Aspekter vum deegleche Liewen. Gesondheet.
Bahâ'u'llâh schreift: „ Wann dir krank sidd, wennt iech un e kompetenten Dokter“. Gesondheet erméiglecht déi
ongehënnert kierperlech a geeschteg Entwécklung vum Mënsch. D’Bahâ’i Schrëften hunn dofir vill Aussoen iwwer
eng gesond Liewensféierung, zum Beispill wat eng ausgeglachen Ernährung ugeet, Beweegung, Hygiene, de
1 Goldene Âpfel, Spiegelbilder des Lebens, Horizonte Veriag, s.22
2 Die Bahâ Y Religion, Ein Überblick, S.58
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-218 -
Schlof, Entspanung an eng positiv ënnerlech Astellung. En plus léiert Bahâ'u'llâh dass ee sech dem Alkohol an den
Drogen enthale soll. Hie schreift: „De Mënsch krut e Verstand. Dofi soll hien näischt zou sech huelen, wat him dat
ewech hëlt. “ Domat ass net nëmmen iwwerdriwwenen Alkohol- an Drogekonsum mat senge Konsequenze
gemengt: ze vill héich Gewaltbereetschaft, Verkéiersakzidenter oder Alkoholismuss. Aus Bahâ’i Siicht kann
nëmmen totale Verzicht op Rauschmëttel vun all Zort d’Problemer verhënneren, déi se verursaachen. Ausnahme
sinn do d’Verschreiwunge vum Dokter.
Heelung vu Krankheeten. Wann ee krank ass, soll ee kompetent Doktere besichen. Bahâ'u'llâh erkläert, dass fir
d’Heelung vu Krankheeten souwuel materiell wéi och geeschteg Methoden néideg sinn. D’Bahâ’i Schrëfte ginn
awer keng Recommandatioune fir eng bestëmmte medezinesch Richtung. Déi materiell Heelung soll sech op
aktuellen Erkenntnisser a wëssenschaftleche Fuerschungsresultater stëtzen. Dobäi sollte wa méiglech natierlech
Methode benotzt ginn. Beispillsweis kann eng bewosst Ernährung Krankheete vermeiden. A ville Fäll ka speziell
ausgewieltent Iessen souguer heelen.
Zu de geeschtegen Heelungsmethoden zielt d’Gebiet. D’Bahâ’i Léiere ginn dem Gebiet eng grouss heelend Kraaft
an dem Bahâ’i Dokter gëtt ugeroden, virun all Behandlung fir Féierung a Bäistand ze bieden. D’Gebiet steet awer
net am Géigesaz zu materiellen a wëssenschaftlech orientéiert Usätz, awer si ergänzen si ëm en noutwennegt
Element. De Bahâ’i Schrëften no huet d’Kombinatioun vu materiellen a geeschtegen Heelungsmethoden déi gréisst
Wierkung.
Ofschléissend dëst Gebiet aus de Bahâ’i Schrëften: O Gott! Erfrësch an erfree mäi Geescht. Maach mäin Häerz
reng. Looss meng Kräften opliichten. Ech leeën all meng Affären an Deng Hand. Du hass Deen, Dee mech leet an
an Deem ech en Ënnerdaach fannen. Ech wäert net nach méi laang traureg a gedréckt sinn; ech wäert e glécklecht
a frout Wiese sinn. O Gott! Ech wäert net nach méi laang voller Angscht sinn, an och de Suergen et net erlabe fir
mech ze péngegen. Ech wäert mech net mat deene verdrëssleche Saache vum Liewen ophalen. O Gott! Du bass fir
mech e bessere Frënd wéi ech et fir mech selwer sinn. Ech weie mech dir, o Här.
296 Buchvirstellung: Wéi d’Bahä’i Gemeng sech finanzéiert, Deel 15/17
Sendung 296, 13ten a 14te Januar 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer. Och an dëser Emissioun kucke mir e
weideren Deel aus der neier Aféierung an de Bahâ’i Glawen. Aspekter vum deegleche Liewen. Wéi d’Bahâ Y
Gemeng sech finanzéiert. Si fmanzéiert sech duerch fräiwelleg Spende vun hire Memberen. All „ Form vun Zwang,
sief en nach esou liicht an indirekt“ widdersprécht dem Wiese vum Spenden. Ob een eppes spent a wéivill e spent,
bleift engem selwer iwwerlooss. All Spend ass wëllkomm, “egal wéi bescheiden de Montant och ass. ” Net d’Héicht
vun der Zomm ass wichteg, mee déi ënner Astellung beim Ginn, sou zum Beispill d’Generéisitéit oder
d’Opferbereetschaft.
D’Gemeng leet grousse Wäert op fmanziell Onofhängegkeet. Spende ginn nëmme vu Memberen akzeptéiert. Et
sinn déi gewielten Institutiounen déi d’Finanze verwalten. D’Sue gi benotzt fir sozial an ekonomesch Projekter, fir
Konferenzen a Seminarer, fir d’Erhalung vun historesche Plazen oder awer fir d’Gemengeverwaltung.
Um lokale Plang ginn d’Gemengemembere reegelméisseg beim Nonzéngdeegfest iwwer d’Einnahmen an
d’Ausgaben informéiert. Niewent de Spenden huet Bahâ'u'llâh d’Ofginn vun enger Zomm virgesinn, déi
Huququ’llah heescht, op Arabesch heescht dat d’Recht vu Gott, le droit de Dieu! Dobäi soll all Bahâ’i nonzéng
Prozent vu sengen Erspuemisser der Gemeinschaft zur Verfügung stellen. Dobäi sinn hei Erspuemisser de
Verméigenszouwuess nodeem all noutwenneg Liewenskäschten ofgezu sinn. Bahâ'u'llâh betount ganz kloer, dass
deen Eenzelnen dofir verantwortlech ass. Dëst sougenannt Recht vu Gott erméiglecht eng méi gerecht intemational
Notzung vu Ressourcen duerch d’Ëmverdeelung vu räichen a méi aarme Länner. Haut scho gëtt dëst System an der
Bahâ’i Gemeng applizéiert.
297 Buchvirstellung: Déi international Bahä'I Gemeng an d’UNO, Deel 16/17
Sendung 297, 20ten a 21te Januar 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer. Och an dëser Emissioun kucke mir e
weideren Deel aus der neier Aféiemng an de Bahâ'i Glawen. Aspekter vum deegleche Liewen. Wéi a wou d'Bahâ'i
aktiv sinn. Déi intemational Bahâ'i Gemeng an d’Vereenten Natiounen. Zënter 1948 ass d’Bahâ'i Weltgemeinschaft
als Netregiemngsorganisatioun bei de Vereenten Natiounen akkreditéiert. Déi international Bahâ'i Gemeng huet e
berodende Status beim Wirtschafts- a Sozialrot vun der UNO, der ECOSOC a bei der UNICEF, dem
Weltkannerhëllefswierk. Si schafft enk mat der Weltgesondheetsorganisatioun zesummen, dem UNO-
Ëmweltprogramm an dem UNO-Entwécklungsfond fir Fraen.
Zu hiren Aufgabe gehéieren d’Ënnerstëtzung vun UN-Programmer, d’Bedeelegung u wichtegen internationale
Konferenzen an d’Mataarbecht a stännege Gremien, zum Beispill der Mënscherechtskommissioun.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 219 -
Et ass op der Grondlag vun de Bahâ'l Prinzipie wou déi international Bahâ'i Gemeng hir Stellung zu konkrete
Konzepter an aktuelle Froen hëlt, wéi zum Beispill zu Mënscherechter, dem Status vun de Fraen, Rassissmus,
Aarmut, Korruptioun, Terrorismus, Ëmweltschutz oder Friddenssécherung.
Et ass haut schonn ze erkennen, dass de globale Wandel zu enger neier Uerdnung vun der Welt féiert.
Dementspriechend ënnerstëtzt déi international Bahâ'i Gemeng d’Entwécklung vun der UNO mat praktesch
duerchféierbare Virschléi fir e staarkt globalt Regierungssystem.
Hei elo e puer Virschléi fir d’Neiorientéierung vun der UNO. 1 Nei Aufgabe fir d’UNO Vollversammlung :
Laangfristeg mussen d’Beschlëss vun der Vollversammlung an existentielle Froen fir all Staate verbindlech ginn.
Déi national Souveränitéit sollt stufeweis zu Gonschte vun der Ëmsetzung vun den UN-Resolutiounen ageschränkt
ginn. Déi eenzel Vëlker sollte wierkungsvoll an demokratesch repräsentéiert ginn. E Land soll nëmmen da kënne
Member ginn a bleiwen wann am Land e Minimum vun Demokratie besteet a wann och tatsächlech
d’Mënscherechter an deem Land existéieren. Wann et tëschent Memberstaaten nach Froen zu hire Grenze ginn, sollt
eng international Kommissioun dës Froe verbindlech reegelen. Zousätzlech zu der nationaler Sprooch sollt an alle
Schoulen an der Welt eng gemeinsam Welthëllefssprooch ënnerriicht ginn. Eng héichrangeg Kommissioun sollt
d’Virdeeler an d’Nodeeler vun der Aféierung vun enger eenzeger Weltwärung préiwen.
D’Stäerkung vun der Executive: D’Vetorecht vun de stännege Membere vum Sécherheetsrot sollt ageschränkt ginn.
Et sollt eng stänneg international Militärmuecht gegrënnt ginn, déi onofhängeg ass vun den Eenzelstaaten.
D’Prinzipp vun der kollektiver Sécherheet sollt och op netmilitäresch Beräicher ausgedehnt ginn, bei deenen eng
global Bedrohung besteet.
D ’Stäerkung vum internationale Geriichtshaff: Uerteeler vum internationale Geriichtshaff sollte laangfristeg fir all
Memberstaate verbindlech ginn. Et sollte speziell Geriichter a Kummere fir intemational Verstéiss a Verbrieche
geschaf ginn, zum Beispill fir Ëmweltverknaschtung, Drogenhandel an Terrorismus.
298 Buchvirstellung: Konscht a Musek - CD From Exile to Exaltation, Deel 17/17
Sendung 298, 27ten a 28te Januar 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, als wichteg Ausdrocksform fir den
Eenzelnen an d’Gemeinschaft ass d’Konscht e wesentleche Bestanddeel vum Gemengeliewen. Musek, Literatur, déi
bildend, déi duerstellend an déi ugewannte Kënschte ginn alleguer héich geschat. Si fërderen d’Liewegkeet,
d’Eenheet, d’Wäermt an d’Freed. 1 2 Bei dëser Geleeënheet presentéieren ech iech eng nei CD ,from Exile to
Exaltation, mat 17 Gospellidder.
’Abdu'l-Bahâ schreift: „D ’Musek ass eng wichteg Konscht. Si huet eng grouss Wierkung op de mënschleche
Geescht. “ Bahâ'u'llâh beschreift zum Beispill d’Musek als eng Lieder fir d’Séil, mat där hirer Hëllef de Mënsch
seng Spiritualitéit fërdere kann. Weider heescht et an de Bahâ’i Schrëften iwwer d’Musek: „Si ass d’Nahrungfir
d’Séil an de Geescht. D’Kraaft an d’Anmut vun der Musek erhieft de Geescht vum Mënsch. Si wierkt an huet op eng
wonnerbar Aart a Weis Afioss op d’Häerzer vun de Kanner, well hir Häerzer si reng a Melodie beweege si ganz
vill. Déi verbuergen Talenter, déi an den Häerzer vun dëse Kanner schlummeren, wäerten duerch d’Mëttel vun der
Musek (hiren) Ausdrockfannen. “
Lauschtere mer nach e bëssen d’Musek vun der flotter CD. Déi gutt Nouvell fir eis Radio ARA Nolauschterer ass
déi, dass dir d’CD kënnt bei iech doheem lauschteren. Mir verschenken jeweils eng CD un déi éischt zwee
Nolauschterer déi mir elo uruffen. An dat um 091334210.
Bei de 5ten Independent Music Awards, huet e Lidd an der Kategorie Gospel den éischte Präis kritt. My God, mv
Adored One gëtt gesonge vum Rachel Price.
D’CD ass d’Aarbecht vun der Boston Praise Collective, eng drësseg Leit, zesummegesat vu Museker a Sänger. Si
schreiwen am Ufank vum CD Cover: “Dat hei ass dat wat mir Bahâ'u'llâh offréiren, de Prophet, de
Gottesoffenbarer. 1853, aus sengem Heemechtsland Persie verbannt, huetHien de gréissten Deel vu sengem
Liewen a Gefaangeschaft verbruecht an ass als Prisonéier zu Akka, Israel 1892 gestuerwen, well Hi geléiert huet,
dass et nëmmen ee Gott gëtt, dass d ’Reliounen all vun der selwechter gëttlecher Quell kommen, an dass d’Mënsche
vun der ganzer Welt Membere vun enger Famill sinn. ”
1 aus « Wendezeit fiir die Nationen », Oktober 1995
2 Die Bahâ Y Religion, Ein Überblick, S.80
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 220 -
299 Encouragement
Sendung 299, 3ten a 4te Februar 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, e grousse Merci emol fir all déi Leit, déi
d’lescht Woch eis Emissioun gelauschtert hunn. Véier Leit hunn d’CD From Exile to Exaltation heem gescheckt
kritt, an dat waren Nolauschterer vun Iechternach, Gasperech, Rammeldeng an Helmseng. Et huet mech ermuddegt,
méi Sendungen iwwer Musek a Konscht ze maachen. An Ermuddegung ass d’Thema vun dëser Emissioun.
Encouragement, engem Mutt maachen. 1
Een encouragéieren heescht engem Hoffnung, Courage a Vertraue ginn. Engem Mutt maachen heescht och dacks
engem ze hëllefen, dass hien eppes ufänkt oder eppes weider mécht oder fäerdeg mécht. An de Bahâ’i Schrëfte
fanne mir immens vill Plaze déi eis encouragéieren, anere Mutt ze maachen: „Et ass u jidderengem vun eis, eis
géigesäiteg ze encouragéieren, ... “ 2 Bahâ'u'llâh schreift: „D’Vollek vu Baha muss mat der gréisster Léift an
Opriichtegkeet ee mat deem aneren ëmgoen. Si sollten ëm d ’lnteresse vun alle beduecht sinn, a speziell de Frënn vu
Gott. “ 3 „Jidderee sollt sech beméien sech ze entwécklen an deem aneren ze hëllefe weiderzekommen am Liewen. “ 4
Et ass nëtzlech hei eng Paranthèse ze maachen a sech ze froen, firwat encouragéieren ech an zu wat encouragéieren
ech een? An de Bahâ’i Schrëfte liese mer nees dass mir déi Gleeweg dozou encouragéiere sollen, dass si alles
maache sollen, hir Ziler ze erreechen. Wéi eng Ziler hunn ech da selwer a mengem Liewen? Hunn ech iwwerhaapt
Ziler? Brauch ech Ziler? Kann ech net einfach an den Dag era liewen? Mäin Zil ass et d’Schoul fäerdeg ze
maachen, eng gutt Aarbecht ze kréien, mech ze bestueden an en Haus ze hunn. Meng Kanner ze erzéien dass si net
déi selwecht Feeler maache wéi ech se gemaach hunn. Mäin Zil kann awer och sinn, einfach weider ze kommen am
Liewen, wéi ech mäi Liewe féieren, mat méi Léift, mat méi Zäit fir meng Famill a meng Frënn. A menger Aarbecht
als Lëtzebuergeschproff sinn ech andauemd domat beschäftegt, meng Schüler ze ermuddegen, hinnen ze soen dass
eis Sprooch liicht ze léieren ass, vimn allem wann de gudde Wëllen do ass. A wann een iwwer Ermuddegung
schwätzt, dann denkt een och iwwer de Wäert vu sengen Ziler no. Verbréngen ech mäi Liewen domat, enger
politescher Karrière no ze ginn? Maachen ech dat am Déngscht vu menge Matbierger oder fir och e bësse méi
Pouvoir ze hunn? Wat heescht et wann ech mengem Frënd nolauschteren? Ass e Frënd net een, mat deem ech kann
iwwer Saache schwätzen, déi mir um Häerz leien, Gedanken déi mech beréieren an déi ech gär mengem Kolleg
ubidden.
Wann ech Bahâ’i sinn, da beréiert dat mech déif, dann hunn ech e ganze Koup Ziler, déi ech gär mat aneren deelen.
Wann ech Bahâ’i sinn, da wëll ech domat soen dass ech e Plang hu fir d’Welt ze verbesseren. An dofir muss een zu
vill sinn. A wann de Bahâ’i Glawe keng Paschtéier huet, dann ass dat och fir ze soen, dass mir all eis
Verantwortung droen, anere vun eisem Glawen ze erzielen, deen eis sou um Häerz läit, an hinnen ze soen; ech
brauch dech, wat fënns du vun deem Zil, där Visoun vun enger anerer Welt, well dës Welt ass krank a brauch
Medezin. Wéini hutt dir fir d’Lescht een ermuddegt?
300 Buchvirstellung: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech Phänomeener, Deel 1/6
Mat vill Freed stellen ech iech haut en neit Buch fir: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech Phänomeener, eng
Textzesummestellung aus de Bahâ ’t Schrëften. Wat seet de Bahâ’i Glawen zur Reinkamatioun, zur Astrologie; kann
ee mat Geeschtere schwätzen, an sou weider? Am modeme Sproochegebrauch versteet een ënnert Esoterik eng
Sammelbezeechnung fir okkult Praktiken, Léieren a Weltanschauungsgemeinschaften. Am éischte Kapitel geet et
ëm Dreem, Visiounen a Gespréicher mat Geeschter. Iwwer d’Dreemen hu mir vimn enger Zäitche schonn eng
Emissioun gemaach. ...
300a Buchvirstellung: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech Phänomeener, Deel 2/6
300t Sendung, 17ten an 18te Februar 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, wéi an eiser leschter Sendung stelle mir
haut en neit Buch fir: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech Phänomeener. Wat fënnt een an de Bahâ’i Schrëften
iwwer dat Thema?
’Abdu'l-Bahâ gouf zu Paräis gefrot: „Kann eng Séil déi fort ass mat engem deen nach op derÂerd ass, Gespréicher
féieren? “ Hei seng Äntwert: „E Gespréich ass méiglech, awer net wéi eis Gespréicher. Sécher gräifen d’Kräfte vun
héijere Welten an d’Kräfte vun dësem Planéit anenaner. D’Häerz vum Mënsch ass op fir Eingebung; si ass
geeschteg Kommunikatioun. Wéi een am Dram mat engem Frënd schwätzt, wärend deem de Mond roueg ass, sou
ass et och mam Gespréich mam Geescht. E Mënsch ka mat dem Ech an him selwer schwätzen a soen: „Soll ech dat
1 h ttp://www. ruhiresources. org/traininst/gsm/enc. PDF
2 Shoghi Effendi, Bahiyyih Khanum,pp.l63-164
3 Bahâ ’u'llâh, Kitab-I-Aqdas, Notes, p.209
4 Shoghi Effendi, High Endeavors, p.35
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-221 -
maachen? Ass et rotsamfir mech, dës Aarbecht ze maachen? Dës Aart ass d’Gespréich mat deem méi héijen
Ech.
'Abdul-Bahâ gouf gefrot wéi et zougeet, dass sech d’Häerz dacks instinktiv u Frënn wennt, déi an d’nächst Liewen
agaange sinn: Hei seng Äntwert: „Et ass e Gesetz an der Schëpfung vu Gott, dass sech de Schwaachen un dee
Staarke stäipt. Déi, zu deenen s du dech wends, kënne Vermëttler vun der gëttlecher Kraaft fir dech sinn, wéi wa si
op der Âerd wären. Awer et ass deen een hellege Geescht, deen alle Mënsche Kraaft gëtt. “ 1 2
Bahâ'u'llâh waamt eis och vimn eisen eegene Visounen. An der Ährenlese schreift Hien: „Dir sollt op kee Fall ärer
Phantasie et erlaben, är Urteelskraaft dréif ze maachen, nach sollt dir är eege Virstellungefir d’Stëmm vum
Éiwegen halen. “ 3
'Abdul-Bahâ schreift iwwer Gott dat hei: „Dass et esou e Wiese gëtt, hunn d’Philosophen an déi Geléiert alleguer
erkannt; awer wéi si versicht hunn, eppes iwwer Säi Wiesen erauszefannen, goufe si bestierzt an entmuddegt, fir
schliesslech hoffnungslos verzweiwelt hirer Wee ze goen an aus dësem Liewen erauszetrieden, Well ëm den
Zoustand an dat ënnert Mvsterium vun dësem Wiese vun alle Wiesen,fir dëst geheimste vun alle Geheimnisser ze
begräifen, muss een aner Kräften a Fäegkeete besëtzen. Sou eng Kräften a Fäegkeeten wäre méi, wéi
d’Mënschegeschlecht droe kéint. Dofir ka kee Wuert vun Him zu de Mënsche gelaangen. 4
Wat soen d’Bahâ’i Schrëften iwwer d’Astrologie an d’Horoskoper? 'Abdul-Bahâ seet: „D’Stären um Himmel hu
guer kee geeschtegen Afloss op dës Welt vum Stëbs. Awer all d’Glidder an d’Deeler vum Weltall sinn an dësem
onendleche Raum enk matenee verbonnen, an dës Verbindung schaaft materiell Wierkungen, déi op Géigesäitegkeet
berouen. “ 5
„D’onendlecht Weltall ass mam mënschleche Kierper ze vergläichen, deem seng Deeler an engem Zesummenhang
stinn an a gréisster Festegkeet matenee verbonne sinn. ... Zum Beispill gesäit d’A an de ganze Kierper gëtt
beaflosst; d’Ouer héiert an all Deeler vum Kierper ginn dovu beréiert. Doriwer gëtt et keen Zweiwel. D’Weltall ass
wéi e liewege Mënsch. Doriwwer ewech muss d’Verbindung, déi tëschent den Deeler vun der Existenz besteet,
zwangsweis Wierkung an Afloss hunn, sief et materiell oder geeschteg.
Fir déijéineg, déi geeschtegen Afloss op materiell Saache verneinen, erwähne mir e kuerzt Beispill: Wonnerbar
Lauter an Téin, Melodien a bezauberend Stëmme si Virgäng, déi op d’Loft awierken - well de Schall ass den
Ausdrock vu Schwéngunge vun der Loft -, an dës Schwéngunge wierken op d’Nerve vum banneschten Ouer, a sou
entsteet d’Héieren. Elo iwwerlee, dass d’Schwéngung vun der Loft, a sech en onbedeitende Virgank, de
Mënschegeescht fesselt oder stéiert an eng grouss Wierkung op hien ausübt: si deet hie kräischen oder laachen a
beaflosst hie vläicht a sou engem Mooss, dass hie sech a Gefor begëtt. .. Bedenk wéi komesch dëst ass, well aus dem
Sänger kënnt näischt ervir, wat an den Nolauschterer erageet, an awer gëtt eng grouss geeschteg Wierkung
ervierbruecht. Zweiwellos muss dohir sou eng grouss Verbindung tëschent allem Erschafene geeschteg
Beaflossungen an Auswierkungen hunn. ... Alles wat erschaf ass, ob grouss oder kleng, ass duerch déi vollkomme
Wäisheet vu Gott matenee verbonnen, wierkt openeen an a beaflosst sech géigesäiteg. Wann et net esou wier, géifen
Onuerdnung an Onvollkommenheet am System vum All an der allgemenger Uerdnung vun der Existenz herrschen.
Well awer alles wat existéiert a gréisster Festegkeet matenee verbonnen ass, ass et geuerdnet u senger Plaz a
vollkommen. ... “ 6
Weider liese mir an de Bahâ’i Schrëften: „Mir sollten der Astrologie oder Horoskope keng Bedeitung ginn. Si
ëmfaasse keng exakt Wëssenschaft, wann et och heiansdo sou schéngt, wéi wann e bësse Wourecht dru wier; awer
dësen Undeel ass kleng. “ 7
300b Buchvirstellung: Dreem an iwwersënnlech Phänomeener, Deel 3/6
300t Sendung, 24ten an 25te Februar 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer. Dir sidd invitéiert dëse Freideg den
Owend, 24te Februar, op en interreliéise Gebietsowend zu Stesel, am Porheem, Niewent der Kierch, an dat um 8
Auer. D’Thema vum Owend ass d’Léift. Dir kënnt och gären en Text matbréngen. Fir weider Informatioune kënnt
dir mir natierlech uruffen um 091334210. Fir all d’Skeptiker ënnert iech, hei e puer flott Informatiounen aus der
leschter P.M. Zeitung zum Thema Gebiet:
1 'Abdul-Bahâ, Paris Talks, S.179
2 Abdul-Bahâ in: Esslemont: Bahâ'u'llâh unddas neue Zeitalter, S.222
3 Bahâ'u'llâh, Ährenlese 160
4 'Abdul-Bahâ, Briefe und Botschaften 24:4
5 'Abdul-Bahâ, Briefe und Botschaften 139:3
6 'Abdul-Bahâ, Beantwortete Fragen, Kap.69S.238
7 Shoghi EJfendi, Lights of Guidance 1748
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 222 -
Et ass dat e ganzt éiergäizegt Experiment, geleet vum amerikaneschen Häerzspezialist Mitchel Krucoff. Den 52 Joer
ale Chefkardiolog vun der Duke Universitéit zu Durham an Nord-Carolina huet zwou Gruppe vun all Kéier 370
häerzkranke Patienten an néng amerikanesche Klinike fir en Doppelblindversuch organiséiert. Eng Grupp krut dräi
Joer laang zousätzlech zur schoulmedizinescher Behandlung fromm Fürbitte vu Leit vu baussen als sougenannt
Medikament, déi aner Gruppen net. Weder d’Patienten nach d’Doktere wossten, wien zu wéi enger Grupp gehéiert
huet. De Chefkardiolog huet weltwäit, reliounsiwwergräifend a professionnel fir déi 370 Häerzkrank biede gelooss:
A Klouschteren, Tempelen a Moscheen hu chrëschtlech Nonnen a Mönche, buddhistesch Meeschter an islamesch
Geeschtlech d’Fürbitte fir hir jeeweileg Patiente gesot. Zu Jerusalem hunn orthodox Judden persounebezunn
Gebiedsziedelen an d’Ritze vun der Klagemauer eragestach.
De Professor Krucoff ass gleeweg, awer hie selwer war iwwer d’Resultat verbliifft: No dräi Joer hate méi wéi
nonzeg Prozent vun deene mat Gebieder behandelten Häerzkrank e besseren Heelungsverlaf wéi d’Patiente vun
(deenen anere Gruppen) der Kontrollgrupp.
Wéi de Kardiolog no enger wëssenschaftlecher Erklärung fir déi wonnerbar Wierkung gefrot gouf, huet hie just
d’Schëllere gehuewen a gesot: „ D’Gnod vu Gott kann net ënnert d’Mikroskop geluecht ginn. Mir wollten nëmmen
noweisen, dass Fiirhitte wierklech hëllefen. 1
Stellt iech elo mol vir, dass ze guer Krankekeese vun der therapeutescher Stäerkt vum Gebiet profitéiere wëllen.
Sou recommandéiert d’AOK Berlin hire Memberen e reegelméissege Kontakt mam Allmächtegen.
An eiser Welt ginn et munch Saachen, vun deene mir net wëssen, wéi wouer oder falsch se sinn. Sou zum Beispill
d’Zuelemystik and d’Physiognomie. Sou liese mir an de Bahâ’i Schrëften: „Et gëtt an de Léieren näischt, wat eis
gleewen deet, dass d’Zuelemvstik oder d’Astrologie ... gebraucht gëtt, fir eis an iergendeng Aart a Weis zeféieren.“
An ...“e gewësst Mooss u Wourecht stécht an der Zuelemystik, der Physiognomie an sou weider, awer et gëtt vun
hire Vertrieder vill ze vill iwwerdriwwen. “
Schonn an eiser leschter Emissioun hu mir iwwer geeschteg Féierung geschwat, a wou mir si kënne kréien.
„ ...Bahâ'u'llâh seet, dass kee Mënsch kann direkt vu Gott komplett Féierung kréien. Hie muss si duerch d ’Prophete
kréien. “ Weider liese mir : „El ass dacks immens schwéier, jo hal onméiglech, tëschent echter Féierung an
iwwersënnleche Phänomeener ze ënnerscheeden. Duerch déi vun der Konzentratioun, dem Gebiet an der
Meditatioun ausgehender Kraaft an déi dorauser entstane Wierkungen kann een - wéi och ëmmer - déi onmëttelbar
geeschteg Féierung vu Gott fillen. Eng onerlässlech Bedingung dofir ass déi dass d’Häerz reng ass. “ 2
Méi iwwer Meditatioun, Gefiller, Telepathie a Gedanken an eiser nächster Emissioun.
M1 Preeitt ait iwwarsëan leelt Phäirameener. Deet 4M
301t Sendung, 3ten a 4te Mäerz 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer. An eise Bahâ’i Emissiounen hu mir scho vill
iwwer d’Thema Meditatioun geschwat. Am Bahâ’i Glawe si keng Fest Forme vu Meditatioun virgeschriwwen. Et
gëtt kee virgezeechnete Programm fir déi ënner Entwécklung. Jiddereen ass awer opgefuerdert, ja et ass ze guer eng
onverzichtbar Flicht, ze bieden. Meditéieren ass gutt, awer wéi si béides maachen, ass ganz deem Eenzelnen
iwwerlooss. 3
’Abdu'l-Bahâ vergläicht d’Fäegkeet zur Meditatioun mat engem Spigel: „Stellt een de Spigel virun ierdesch
Saachen, da spigelt en déi zréck. Wann de mënschleche Geescht also iwwer ierdesch Saachen nodenkt, léiert hien
eppes doriwwer. Dréint dir awer de Spigel vun ärem Geescht zum Himmel zou, ginn himmlesch Saachen an d’Strale
vun der Sonn vun der Wierklechkeet an ärem Häerz erëmgespigelt, ... Loosst ons Spigel ginn, déi déi himmlesch
Wierklechkeeten erëmginn, so reng, dass mir d’Stäre vum Himmel erëmspigelen. “ 4
D’Meditatioun erméiglecht et, d’Diere vun déiwer Erkenntnis opzemaachen. Weider schreift ’Abdu'l-Bahâ: „Mir
sollten an der Sprooch vum Himmel, an der Sprooch vum Geescht schwätzen, well et gëtt eng Sprooch vum Geescht
a vum Häerz. Déi ass esou verschidde vun eiser Sprooch, wéi eis verschidden ass vun der Déieresprooch, déi sech
nëmme kënnen duerch Gejäiz a Lauten ausdrécken. Et ass d’Sprooch vum Geescht, déi zum Herrgott schwätzt. Wa
mir ons, fräi vun allen äusserleche Saachen, am Gebiet Gott zoudréien, dann ass et esou wéi wa mir d’Stëmm vu
Gott an eisem Häerz géifen héieren. Ouni Wierder ze soen, si mir a Verbindung, schwätze mir mat Gott a lauschtere
1 P.M. Magazin, Feb.2006
2 Esoterik, SK Verlag, S.30
3 Shoghi Effendi, Über die Macht des Gebets, S27, aus Esoterik, SK Verlag, S35
4 ’Abdu 'l-Bahâ In: Über die Macht des Gebets, S1 7
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-223 -
sengÂntwert.... Mir alleguer, wa mir an engem wierklech geeschtegen Zoustand sinn, kënne mir d’Stëmm vum
Herrgott héieren “. 1
Kucke mir nach wat d’Bahâ’i Schrëfte vun aner iwwersënnleche Phänomeener soen. ’Abdu'l-Bahâ schreift iwwer
geeschteg Gefiller: „D 'Häerz vum Mënsch gläicht engem Spigel. Ass de Spigel reng, da stelle sech d’Häerzer
openeen an a spigele sech géigesäiteg; sou gi geeschteg Gefiller geschaf. “
An iwwer d’Telepahie liese mir: ,, D ’Bahâ Y Léiere gi keen Hiweis op de Froekomplex vun der Telepathie. Et ass
eng Ugeleeënheet vun der Psychologie “.
Iwwer d’Ausstrale vu Gedanken: „Den Hidder gleeft net dorunner, dass d’Ausstrale vu Gedanken oder
d Heelkraaft iergendenger Grupp Fridde brénge kéint. D ’Gebiet wäert der Welt zweiwellos hëllefen, awer wat
d’Welt brauch, ass dat si dem Bahâ 'u 'llâh säi Plang unhëlt, fir dass esou d ’Weltuerdnung op enger neier gëttlecher
Grondlag erriicht gëtt. “
Ass de Geescht schiedlech beaflossbar? „Dir sollt keng Angscht hunn, dass iergendeen äre Geescht ka beaflossen.
Souguer wa mir d’Gedanke vun deenen afänke wëllen, déi mir am meeschte gär hunn, kënnte mir dat awer net
maachen; ëmsou manner wier et frieme Mënsche méiglech, an onse Geescht eranzekommen. “
Wat d’Heelung duerch spiritistesch Praktiken ugeet, huet ’Abdu'l-Bahâ ons virdru gewamt. Mir sinn awer fräi, all
Form vun Autosuggestioun oder Hypnos ze notzen, déi vun der medezinescher Wëssenschaft oder vun uerdentlech
ausgebilt Doktere praktizéiert gëtt, sou laang mir der Iwwerzeegung sinn, dass den Dokter, deen dës Methoden
uwennt, qualifizéiert ass a seng Rechter net mëssbraucht. 2
Zu denger Fro iwwer d’geeschtegt Heelen. Dës Aart vun der Heelung ass wierklech eng vun de wierksaamste
Methoden, e Mënsch vu senge geeschtegen a kierperleche Leiden a Peng ze befreien. ... Et sollt als wichtegst
Mëttel zur vollstänneger kierperlecher Genesung agesat ginn. Geeschteg Heelung ass awer keen Ersaz fir materiellt
Heelen a kann et och net sinn; et ass awer eng wäertvoll Ergänzung dozou. Allebéid si wichteg an ergänze sech
géigesäiteg. 3
302 Buchvirstellung: Reinkarnatioun, Deel 5/6
302t Sendung, lOten an 1 lte Mäerz 2006. Reinkamatioun ass en Thema iwwer dat 'Abdul-Bahâ e puermol geschwat
huet. Mir fannen och aner Erklärungen dozou an de Bréiwer vum Hidder vum Bahâ’i Glawern, dem Shoghi Effendi.
Déi Texter sinn zesummebmecht am Buch: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech Phänomeener, eng
Textzesummestellung aus de Bahâ ’i Schrëften, am SK Verlag.
„De Glawen an d ’Reinkarnatioun geet wäit zréck an d ’Virgeschicht vun de meeschte Völker; e behaapt sech
souguer bei de griichesche Philosophen, de réimesche Weisen, den alen Egypter an de groussen Assyren. Trotzdem
sinn dëst Awerglawen ... D ’Haaptargument vun den Unhänger vun der Reinkarnatioun war, dass no Gottes
Gerechtegkeet jidderee säi Verdéngscht kréie muss. Sou dacks zum Beispill e Mënsch vun engem Ongléck bedréckt
gëtt, ass dat wéinst engem Onrecht, dat hie gemaach huet. Awer huel e Kand, dat nach am Bauch vun der Mamm
ass. Den Embryo ass eréischt gradgeformt, d’Kand ass awer blann, daf, ... an onvollkommen - wéi eng Sënn huet e
sou ee Kand begaang, dass et säi Leed verdéngt? Si äntweren: Obschonn d’Kand am Bauch vun der Mamm dem
äusseren Uschäin nach kenger Sënn schëlleg ass, huet et awer a sengerfréierer Gestalt Onrecht begaangen, an
dofir verdéngt et elo eng Strof. Dës Leit hunn awer dëse Punkt iwwersinn: Wann d’Schëpfung nëmmen no enger
eenzeger Reegel virugeet, wéi kéint dann déi allëmfaassend Muecht sech wahrnehmbar maachen? Wéi kënnt den
Allmächtegen Dee sinn, „mécht wat him gefällt, a befeelt, wat Hie wëll? “ “ 4
Op enger anerer Plaz liest een: „D ’Bahâ ’i Usiicht iwwer dReinkarnatioun ënnerescheed sech wesentlech vun der
Hindu Opfaassung. D ’Bahâ 7 gleewen un Zréckkomme vun Attributer an Eegeschaften, soen awer, dass d’Wiesen
oder d’Wierklechkeet vun de Saachen net kann zréckbruecht ginn. All Wiese behält seng eegen Individualitéit, awer
munnech vu sengen Eegeschafte kënnen iwwerdroe ginn.... “
„D ’Entfaltung am Liewe vum Individuum fänkt mat der Entstehung vum mënschlechen Embryo un, geet duerch
verschidde Etappen afiert da souguer nom Doud an enger anerer Form weider. De mënschleche Geescht ass
kapabel sech onendlech weiderzeentwécklen. D ’ldentitéit vum Mënsch - oder villméi seng Individualitéit - geet ni
verluer. Seng Wierklechkeet als Persoun bleift duerch déi verschidden Etappe vun senger Entwécklung bestoen. ... “
1 ’Abdu'l-Bahâ In: Esslemont: Bahâ'u'llâh und das neue Zeitalter, S.108
2 in: Gesundheit, Ernährung, Medizin und Heilen, S. 70
3 in: Gesundheit, Ernährung, Medizin undHeilen, S.80
4 Vgl. Qur’an 3:35, 2:253
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 224 -
An op enger anerer Plaz liese mir: „Mir wëssen aus de Léiere vu Bahâ'u'llâh, dass et keng Reinkarnatioun gëtt. Mir
kommen nëmmen eng Kéier op dëse Planéit. Eist Liewen hei gläicht dat vum ongebuerene Kand am Bauch vun der
Mamm, wat an dësem Stadium alles dat entwéckelt, wat néideg assfir säi ganzt Liewen nodeem et gebuer ass. Sou
ass et och mat eis. Geeschteg musse mir hei entwécklen, wat mirfir eist Liewen nom Doud brauchen. An deem
spéidere Liewe ka gott eis duerch Seng Gnod hëllefen, Eegeschaften ervirzebréngen, dären Entwécklung mir
wärend eisem ierdeschem Liewe vernoléissegt hunn. Et ass net néideg fir eis, zréckzekéieren an an engem anere
Kierper gebuer ze ginn, fir geeschteg virunzekommen a Gott méi no ze kommen. “
Wat soen d’Bahâ’i Schrëften iwwer d’Mönchen, d’Askes an d’Einsiedelei? Bahâ'u'llâh schreift dass si net
akzeptabel sinn. De Mënsch soll op dëser Äerd sech mat Saache beschäftegen, déi „ eng stralend Freed bewierken“.
'Abdul-Bahâ schreift dozou: „An Indie gëtt et eng Sekt, déi gréissten Enthaltsamkeet beuecht an hiert Iesse
stufeweis méi kleng mécht, bis sie bal vun näischt méi lieft. Awer hire Verstand leid dorënner. E Mënsch ass net
fäeg, Gott mam Gehir a mam Kierper ze déngen, wann hien duerch en Nahrungsmangel geschwächt ass. Hie kann
net kloer gesinn. “
303 Buchvirstellung: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech Phänomeener, Deel 6/6
303t Sendung, 17ten an 18te Mäerz 2006. An eiser Buchvirstellung: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech
Phänomeener, bleift eis nach e leschten Deel. Wat soen d Bahâ Y Schrëften iwwer den Däiwel, de Satan oder béis
Geeschter?
’ Abdu'l-Bahâ schreift dozou: ... de béise Geescht, de Satan, oder wat een och ëmmer als dat Béist ausleet, déi déif
Natur am Mënsch bezeechent. Dës déif Natur gëtt op ganz vill Manéieren duergestallt. Am Mënsch gëtt et zwou
Ausdrocksformen: Déi eng ass den Ausdrock vun der Natur, déi aner den Ausdrock vum geeschtege Räich. D’Welt
vun der Natur ass fehlerhaft. Kuckt si mat kloren Aen, geheit all Awerglawen, all Abildung ewech! Wann dir e
Mënsch barbaresch an ouni Erzéiung an d’Wëldnisser vun Afrika ausetzt, kann dann en Zweiwel bestoen, dass hien
onwëssend bleift. ... Et ass genee sou eng Realitéit vum Buedem, dass Onkraut, Dären a Been ouni Friichten
dorauser wuessen; et ass einfach nëmmen den niddregen Zoustand, dat méi einfacht Produkt vun der Natur.
Doraus ergëtt sech, dass de Mënsch gëttlech Erzéiung ... brauch, dass Gottes Gnod fir seng Entwécklung
onentbierlech sinn. Dat heescht dass d’Léiere vu Christus an de Prophete fir déi mënschlech Erzéiung a Féierung
noutwenneg sinn. Firwat? Well Christus an d’Propheten gëttlech Gäertner sinn, déi de Buedem vum mënschlechen
Häerz a Verstand ëmgruewen. Si erzéien de Mënsch, geheien d’Onkraut eraus, verbrennen d’Dären a maachen e
Gaart mat Friichtebeem. De Sënn an d’Wäisheet vun hirer Erzéiungsaarbecht ass et, dass de Mënsch sech vun Etapp
zu Etapp ëmmer weiderentfaalt, bis hie Vollkommenheet kritt.
... Kierperlech gëtt de Mënsch net a senger voller Gréisst gebuer; villméi geet hien duerch d’Etappe vum Embryo,
dem Puppelchen, der Kandheet, der Jugend, dem Erwuessesinn an dem Alter. Ugeholl, de Mënsch hätt d’Muecht,
säi ganzt Liewe laang jonk ze bleiwen; da géif hien d’Bedeitung vum Alter net verstoen an hie kéint net gleewen,
dass et dat gëtt. Wéi kéint dir erkennen, dass dat Wiesen niewent iech e Kand ass, wann dir ni selwer den Zoustand
vun der Kandheet duerchschratt hätt? Wéi kéint dir Recht erkennen, wann et keen Onrecht géif ginn? Wéi kéint dir
d’Dugend schätzen, wa keng Sënn do wär? Wéi kéint dir gutt Doten emfeelen 1 , wa béis Doten onbekannt wären?
Wéi géift dir verstoen, wat Gesondheet ass, wann et keng Krankheet géif ginn? Dat Béist huet keng Existenz; et ass
d’Netdosinn vum Gudden. Krankheet ass de Verloscht vun der Gesondheet, Aarmut de Mangel u Räichtëmer.
Wann de Wuelstand verschwënnt, sidd dir aarm; ... Ouni Wëssen herrscht Onwëssenheet; dofir ass Onwëssenheet
einfach de Mangel u Wëssen. Den Doud ass d’Netdosinn vum Liewen. Dofir hu mir op där enger Säit d’Existenz an
op där anerer d’Netdosinn. ... D’Rees vun der Séil ass noutwenneg. De Wee vum Liewen féiert zu gëttlecher
Erkenntnis a gëttlechen Eegeschaften. Ouni Übung a Féierung kéint d’Séil nimools iwwer den Zoustand vun hirer
déiwer, onwëssender, feelerhafter Natur erauskommen. 2
Weider liese mir dass „ d ’Uspillungen an de Bahâ Y Schrëften op de „ Satan “ oder „ de Béisen “ svmbolesch sinn an
net bedeiten, dass den Däiwel als Persoun existéiert; si symboliséieren déi niddreg Natur vum Mënsch, wéi zum
Beispill déi selbstsüchteg Aflüsterunge vum Ech. “ 3
’Abdu'l-Bahâ schreift weider: „Sech mat iwwersënnleche Kräften ofzeginn, wärend een op dëser Welt ass, wierkt
stéierend op den Zoustand vun der Séil an der nächster Welt. Dës Kräfte si wierklech, trieden awer normalerweis
op dëser Stuf net an Tätegkeet. D 'Kand am Bauch vun der Mamm huet seng Aen, Oueren, Hänn, Féiss an sou
weider, awer si trieden nat an Tätegkeet. De ganzen Zweck vum Liewen an der materieller Welt ass et.
1 recommondéieren, virschloen
2 Abdu'l-Bahâ, Promulgation ofUniversalPeace, S.294jf
3 Das Universale Haus der Gerechtigkeit, in Kitab-I-Iqan, S265
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-225 -
duerchzedréngen zur Welt vun der Wierklechkeet, wou dës Kräften dann an Tätegkeet trieden. Si gehéieren där
Welt un. “
304 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 1/6
304t Sendung, 24ten an 25te Mäerz 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer. Am Abrëll 2002 huet den héchste Bahâ'i
Gremium sech an engem opene Bréif un déi reliéis Leadere vun der Welt geriicht. Am Liicht vun der haiteger
Weltlag a Krisis tëschent de Reliounen presentéiere mir iech dëse Bréif an den nächsten Emissiounen.
Un déi reliéis Leader vun der Welt.
1. Dat 20t Jorhonnert huet d’Vëlker vun der Welt dozou gezwongen, sech als Membere vun enger eenzeger
Mënschheet ze gesinn, an d’Äerd als gemeinsam Heemecht vun dëser Mënschheet. Trotz andauemder Gewalt a
Konflikter, déi den Horizont verdonkelen, loosse Vimrteeler, déi soss dem Wiese vun der Gattung Mënsch
ugebueren ze si schéngen, iwwerall no. Mat (de Vimrteeler) falen och Barrièren, déi d’Mënschheetsfamill laang
Zäit an e Babel isoléierter Identitéite vu kulturellem, ethnëschem oder nationalem Ursprong gespléckt hunn. Dass
esou en déifgräifend Changement sech an esou kuerzer Zäit - aus historescher Siicht praktesch iwwer Nuecht -
vollzéie konnt, léisst d’Ausmooss vu spéidere Méiglechkeeten eranen.
2. Tragescherweis ass déi institutionaliséiert Relioun, déi hir Existenz am Déngscht un der Saach vun der
Bridderlechkeet an dem Fridden huet, all ze dacks eng vun de gréissten Hindemisser op dësem Wee; fir eng
besonnesch schmäerzlech Tatsach ze zitéieren: scho laang huet (déi établéiert Relioun) hir Glafwierdegkeet dem
Fanatismus ginn. Als ieweschte Gremium vun enger Weltrelioun fille mir ons verflicht dorop ze drängen, seriö
iwwer d'Erausfuerdemng nozedenken, virun déi dat reliéis Leadere stellt. Souwuel d’Problem wéi d'Ëmstänn, déi
sech dorauser erginn, zwéngen eis, offen ze schwätzen. Mir vertrauen dorop, dass de gemeinsamen Déngscht um
Gëttleche sécherstellt, dass dat Gesoten am selwechte Geescht vum gudde Wëllen opgefaasst gëtt, an deem et gesot
gouf.
3. Besonnesch däitlech gëtt de Problem, wann een iwwerleet, wat op anere Gebidder erreecht gouf. An der
Vergaangenheet goufen d’Fraen, ofgesi vu vereenzelten Ausnamen, als mannerwäerteg ugesinn; Awerglawen huet
si an hirem Wiesen ageschränkt; et gouf hinnen all Chance versot, d’Méiglechkeete vum mënschleche Geescht
auszedrécken; si goufen dozou degradéiert, de Bedierfnesser vun de Männer ze déngen. Natierlech gëtt et
Gesellschaften, an deenen ëmmer nach esou Zoustänn herrschen an déi souguer fanatesch verteidegt ginn. Um
Plang vun der globaler Diskussioun awer huet d’Iddi vun der Gläichberechtegung vun de Geschlechter mëttlerweil
praktesch d’Muecht vun engem allgemengen unerkannte Prinzipp kritt. Änlech verbindlech ass et fir de gréissten
Deel vun der Wëssenschaftswelt an de Medien. Sou grondleeënd gouf hei ëmgeduecht, dass d’Befirworter vun
enger männlecher Virmuechtstellung kaum nach bei verantwortungsvolle Meenungsbildern Ënnerstëtzung fannen.
4. Déi belagert Batailjoune vum Nationalismus gesi sech engem änleche Schicksal géintiwwer. Mat all
iwwerstanener Kris an den Ugeleeënheete vun der Welt gëtt et fir de Bierger méi liicht ze ënnerscheeden, tëschent
enger Léift fir seng Heemecht, déi d’Liewe beräichert, an der Ënnerwerfung vun enger entfachter Rhetorik, déi den
Haass op aner an d’Angscht virun hinne provozéiere wëll. Souguer do wou d’Partizipatioun un de gewinnten
nationalistesche Gebräicher legitim erschéngt, weise sech an der ëffentlecher Reaktioun niewent den albekannte
festen Iwwerzeegungen a bereetwëlleger Begeeschterung genee sou dacks Gefiller dass d’Leit genéiert sinn. Dësen
Effekt gouf duerch d’Restrukturéierung verstäerkt, déi lues awer sécher an der intemationaler Uerdnung stattfënnt.
Bei all de Schwächten am System vun de Vereenten Natiounen, wéi se am Moment bestinn, a wéi begrenzt och hir
Fäegkeet ass, zesumme militäresch géint Agressioune virzegoen - et ka keen d’Tatsaach verkennen, dass de Mythos
vun der absolutter nationaler Souveränitéit amgaang ass ze verläschen.
304a Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 1/6
nach ophuelen:
5. Rassesch an ethnesch Vimrteeler goufe genee sou vun historesche Prozesser condamnéiert, déi keng Gedold
méi hu fir däraarteg Uspréch. Hei huet ee sech besonnesch entschlosse vun der Vergaangenheet ofgegrenzt. Duerch
seng Associatioun mat de Schrecke vum 20te Jorhonnert ass Rassissmus haut däraart negativ beluecht, dass e
gewëssermoossen de Charakter vun enger geeschteger Krankheet krut. Obwuel rassesch Virurteeler als
gesellschaftlech Astellung nach a villen Deeler vun der Welt iwwerliewen - an engem groussen Deel vun der
Mënschheet d’Liewe schwéier maachen - gi si haut als Prinzip sou universell veruerteelt, dass keng Gmpp sech méi
onbesuergt erlabe kann, domat identifizéiert ze ginn.
1 Abdu'l-Bahâ In: Esslemont: Bahâ ’u'llâh unddas neue Zeitalter, S.220
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-226 -
6. Net dass eng donkel Vergaangenheet ausgeläscht an eng nei Welt vu Liicht op eemol gebuer wär. Eng Onmass
vu Mënsche mussen nach ëmmer d’Auswierkunge vun déif verwuerzelte Virurteeler erdroen, an dat wat hir
Vollekszougehéieregkeet, hiert Geschlecht, hir Natioun, hir Kast oder Klass ugeet. Alles weist dorops hin, dass sou
en Onrecht nach laang weider bestoe wäert, well d’Institutiounen an d’Normen, déi d’Mënschheet gerad entwéckelt,
nëmme lues d’Kraaft gewannen, fir eng nei Uerdnung vu Bezéiungen opzebauen an d’Leed vun den Ënnerdréckten
ze erliichteren. Awer eng Schwell gouf iwwerschratt, vun där ëmzedréien et keng glafwierdeg Méiglechkeet méi
gëtt. Fundamental Prinzipie sinn erkannt an artikuléiert, si krute vill ëffentlech Opmierksaamkeet a si verankere
sech ëmmer méi fest an Institutiounen, déi an der Lag sinn, se duerchzesetzen. Sou laang a schmäerzvoll de Kampf
och ass, et gëtt keen Zweiwel drun, dass d’Bezéiungen tëschent alle Vëlker un der Basis revolutionéiert ginn.
305 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 2/6
305t Sendung.
7. Am Ufank vum 20te Jorhonnert huet et esou ausgesinn, wéi wann et virun allem reliéis Virurteeler wieren, déi de
Kräfte vum Changement erleie géifen. Am Weste ware wëssenschaftlech Erkenntnisser schonn haart mat den
zentrale Seile vu reliéisen Ausschliesslechkeetsuspréch an d’Geriicht gaangen. Déi intereliéis Beweegung war déi
villverspriechenst vun den neie reliéisen Entwécklungen am Zesummenhang mat der verännerter
Selbstwahrnehmung vun der Mënschheet. Souguer déi ambitionéiert Organisatore vun der Weltausstellung 1893 zu
Chicago waren iwwerrascht, wéi do dat berüümt Parlament vun de Reliounen an d’Liewe koum, eng Visioun vu
geeschteger a moralescher Eenegkeet, déi d’Fantasie vun de Mënschen op alle Kontinenter beschäftegt huet, an déi
et souguer fäerdegbruecht huet, déi wëssenschaftlech, technologesch a wirtschaftlech Wonner, déi op der
Ausstellung gefeiert goufen, an de Schiet ze stellen.
8. Kuerz, et huet geschéngt, wéi wann al Mauere gefall wieren. No der Aschätzung vun aflossräichen Denker op
dem Gebitt vun der Relioun war dës Versammlung eenzegaarteg, “ouni hiresgläichen an der Weltgeschicht”.
D’Parlament, sou sot säin Haaptorganisator, huet « d’Welt vun der Bigotterie befräit ». Eng fantasievoll Féierung,
sou gouf voll Zuversicht virausgesot, géif d’Geleeënheet ergräifen, fir an de scho laang gespléckte reliéise
Communautéite vun der Welt e Geescht vu Bridderlechkeet ze erwächen. Dëse Geescht vu Bridderlechkeet kéint fir
déi nei Welt vum Wuelstand a Fortschrëtt déi néideg moralesch Stützmauere bidden. Doduerch ermuddegt sinn déi
ënnerschiddlechst interreliéis Beweegunge gewuess an hu sech entfaalt. Eng vast Literatur, déi a ville Sproochen
zougänglech war, huet eng ëmmer méi breet Ëffentlechkeet, Gleeweg an Net-Gleeweg gläichermoossen, mat de
Léiere vun alle grousse Relioune vertraut gemaach an huet en Interessi geschaf, déi spéider och duerch de Radio, de
Femseh a schliesslech duerch den Intemet opgegraff goufen. Universitéiten hu Studiegäng a vergläichender
Reliounswëssenschaft agefouert. Géint Enn vum Jorhonnert goufen interreliéis Andachten, nach vimn e puer Joer
ondenkbar, zu eppes Alldeeglechem.
9. Leider feelt et dësen Initiativen eendeiteg souwuel un intellektueller Kohärenz wéi och u geeschteger
Verbindlechkeet. Am Géigesaz zu den Eenegungsprozesser, déi déi aner sozial Bezéiunge vun der Mënschheet
transforméieren, gëtt der Iddi, dass all grouss Relioune vun der Welt hirem Wiesen no an Ursprong no
gläichermoosse valabel sinn, vu fest verankerte Mustere vu reliéisem Denken haartnäckeg Widderstand geleescht.
De Prozess vun der Rassenintegratioun ass keng einfach sentimental oder taktesch Entwécklung, mee wiisst aus der
Erkenntnes, dass d’Vëlker vun der Welt eng eenzeg Gattung ausmaachen, deenen hir vill ënnerschiddlech
Ausprägungen u sech weder nach e Virdeel fir d’Membere vun där enger, nach en Nodeel fir déi vun där anerer mat
sech bréngen. Genee sou huet d’Emanzipatioun vun der Fra d’Bereedschaft gefuerdert, souwuel vu
gesellschaftlechen Institutioune wéi och déi ëffentlech Meenung unzeerkennen, dass et keng akzeptabel Grënn ka
ginn, sief et biologesch, sozial oder moralesch, déi rechtfertegen, dass Fraen déi voll Gläichberechtegung mat
Männer oder Meedercher net déi selwecht Bildungsméiglechkeeten wéi Jonge kréie kënnen. A genee sou wéineg
kann d’Wäertschätzung vu Beiträg, déi munch Natiounen zur Formung vun enger Weltkultur leeschten, déi
iwwerliwwert Illusioun stëtzen, dass aner Natiounen nëmme wéineg oder guer näischt zu dëse Beméiunge
bäizedroen hunn.
305a Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 2/6
10. Esou eng grondsätzlech Neiorientéiemng schéngen déi meescht reliéis Féiemngsinstanzen net wëllen ze
maachen. Aner Deeler vun der Gesellschaft begréissen d’Implikatioun vun der Eenheet vun der Mënschheet mat
openen Äerm, net nëmmen als onauswäichlechen nächste Schrëtt am Viruschreide vun der Zivilisatioun, mee als
Erfëllung vun all Zort vu minoritären Identitéiten, déi eis Rass zu dësem kritesche Moment an eiser gemeinsamer
Geschicht matbréngt. Déi reliéis Institutioune stinn awer gréisstendeels wéi geläämt un der Schwell vun der
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-227 -
Zukunft, gefaangen an eben den Dogmen an Ausschliesslechkeetsuspréch, déi d’Ursaach fir e puer vun de batterste
Kämpf waren, déi d’Bewunner vun der Äerd gespléckt hunn.
11. Fir d’Wuel vum Mënsch waren dës Kämpf fuerchtbar. Zweiwellos ass et net néideg, hei am Détail op
d’Schrecken anzegoen, déi haut onglécklech Vëlker heemsichen als Konsequenz vu fanateschen Ausbréch, déi dem
Numm vun der Relioun Schan bréngen. Dëst ass och keen neie Phänomeen. D’Reliounskricher an Europa vum
siechzéngte Jorhonnert, fir nëmmen eent vun de ville Beispiller ze ernimmen, huet dëse Kontinent ëm déi drësseg
Prozent vu senger ganzer Bevëlkerung kascht. Et muss ee sech froen, wéi eng Friichten de Som vum blanne
reliéisen Dogmatismus laangfristeg am Bewosstsi vun der Mënschheet ervirbruecht huet.
12. Zu dëser Opzielung gehéiert nach de Verrot um mënschleche Geescht, dee méi wéi alles anescht der Relioun hir
inherent Fäegkeet gestuel huet, eng decisiv Roll bei der Gestaltung vun der Welt ze spillen. Gefaangen an der
stänneger Beschäftegung mat Ugeleeënheeten, déi mënschlech Energien zerstéieren an erschëpfe loossen, hu reliéis
Institutiounen all ze dacks d’Mënschen dovun ofgehalen, d’Wierklechkeet ze erfuerschen a vun all den
intellektuelle Fäegkeete Gebrauch ze maachen, duerch déi d’Mënschheet sech auszeechent. D’Veruerteelung vum
Materialismus an Terrorismus ass bei der Bewältegung vun der géigewäerteger moralescher Krisis keng echt Hëllef,
wa si net fir d’aller éischt dorop ageet, dass déi reliéis Institutiounen hirer Verantwortung net nokomm sinn an déi
gleeweg Massen dësen Aflëss schutzlos ausgeliwwert sinn.
306 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 3/6
Intro ...
13. Sou schmäerzlech esou Iwwerleeungen och sinn, sou ass et wéineger dass si déi etabléiert Relioune
beschëllegen, awer eng Erënnerung un déi eenzegaarteg Kraaft fir déi Relioun steet. Relioun reecht, wéi mir eis all
bewosst sinn, bis un d’Wuerzele vun der Motivatioun. Do wou si dem Geescht an dem Beispill vun den
transzendente Gestalten, déi der Welt hir grouss Glawenssystemer bruecht hunn, trei war, huet si a ganze Vëlker
d’Fäegkeet erwächt fir gär ze hunn, fir ze verzeien, Neies ze schafen, Groussaarteges ze woen, Virurteeler ze
iwwerwannen, fir d’Gemengewuel Affer ze bréngen an d’Impulser vum déiereschen Instinkt ze disziplinéieren.
Ouni Fro ass déi prägend Kraaft bei der Ziviliséierung vun der mënschlecher Natur säit jeehier den Afloss vun den
openeefolgende Manifestatioune vum Gëttlechen, déi zréckginn, bis zum Ufank vun der Geschicht sou wéi mir se
kennen.
14. Genee déi Kraaft, déi a vergaangenen Zäitalteren esou eng Wierkung hat, bleift en Zeeche vum mënschleche
Bewosstsinn, dat net ze läschen ass. Entgéint allen Erwaardungen an ënner wéineg gënschtege Viraussetzungen gëtt
si nach ëmmer ongezielte Millioune Kraaft an hirem Iwwerliewenskampf a léisst weider Helden an Helleg sech an
all Länner erhiewen, deenen hiert Liewen iwwerzeegend Recheschaft fir déi Prinzipien ofleet, déi an de Schrëfte
vun hirem jeeweilege Glawen niddergeluecht sinn. Wéi d’Kulturgeschicht weist, ass d’Relioun ausserdeem
amstand, d’Struktur vu soziale Bezéiunge wesentlech ze beaflossen. Tatsächlech géif engem wuel kaum e
bedeitenden zivilisatoresche Fortschrëtt an de Sënn kommen, dee säi moraleschen Impuls net aus dëser éiweger
Quell geschëpft hätt. Ass et also denkbar, dass d’Erreeche vum Gipfel am jordausendwärende Prozess vun der
Organisatioun vum Planéit an engem geeschtege Vakuum gelénge kann? Wann déi korrupt Ideologien, déi sech
iwwer eis Welt am leschte Jorhonnert hirgemaach hunn, och soss näischt Guddes bewierkt hunn, sou hu si dach
eendeiteg gewisen, dass d’Nout net kann duerch Mëttele befriddegt ginn, déi de Mënsch kapabel ass ze erfannen.
15. Wat dat bedeit, resuméiert Bahâ'u'llâh an dëse Wierder, déi bal virun engem Jorhonnert geschriwwe goufen an
an Tëschenzäit wäit verbreet goufen:,, Ouni Zweiwel verdanken d’Vëlker vun der Welt, wéi enger Rass oder Relioun
si och ugehéieren, hir Erliichtung derselwechter himmlecher Quell a sinn d'Sujete vun engem Gott.
D ’Ënnerscheeder vun de Reegelen a Ritualer, déi si befollegen, sinn duerch déi ënnerschiddlech Erfuerdernisser a
Bediirfnisser vum Zäitalter ze erklären, an deene si offenbaart goufen. Alleguer, bis op epuer, déi aus mënschleche
Launen entstane sinn, goufe vu Gott bestëmmt a sinn en Zeeche vu Sengem Wëllen. Erhieft iech a bewaffnet mat der
Kraaft vum Glawen, schlot d’Gëtter vun ären eidle Virstellungen, déi Sträit ënnert iech séien, a Stécker. Uaalt iech
un dat wat iech zesummeféiert a vereent. “
16. Esou en Appell ass keng Opfuerderung säi Glawen an d’fundamental Wourechte vu senger Relioun opzeginn,
wéi eng et och ëmmer ass. Ganz am Géigendeel. Glawen huet seng eege Virschrëften a seng eege Rechtfertegung.
Wat aner gleewen - oder net gleewen - ka keng Autoritéit hunn fir iergend ee perséinlecht Gewëssen, dat dësen
Numm verdéngt. Wouzou dës Wierder hei onmëssverständlech drängen ass, all déi Uspréch op Exklusivitéit oder
Endgültegkeet opzeginn, déi méi wéi alles anescht Eenegungsimpulser erstécken an Haass a Gewalt kultivéieren.
307 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 4/6
Intro ...
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-228 -
17. Op genee dës historesch Erausfuerderung, so gleewe mir, mussen d’Leadere vun de Reliounen äntweren, wa
reliéis Féierung an der globaler Gesellschaft, déi aus de Bouleversementer vum 20te Jorhonnert ervirgeet,
Bedeitung soll hunn. Et ass evident, dass eng wuessend Zuel vu Mënschen mëttlerweil erkennen, dass déi implizit
Wourecht vun alle Reliounen an hirer Essenz eng an déi selwecht ass. Dës Erkenntnis entsteet net als Resultat vun
theologesche Streidereien, mee als intuitiivt Bewosstsinn, dat aus den ëmmer méi ausbreedenden Erfarunge mat
anere wiisst, an enger wuessender Akzeptanz vun der Eenheet vun der mënschlecher Famill. Aus der Onmass vu
reliéisen Doktrinen, Ritualer a Gesetzesbicher, déi aus vergaangene Welten geierft goufen, entsteet e Gefill dofir,
dass dat geeschtegt Liewen, wéi d’Eenheet, déi sech a verschidden Nationalitéiten, Rassen a Kulture weist - eng
Wierklechkeet ass, ouni Grenzen a fir jidderee gläichermoossen zougänglech. Fir das dës diffus an nach onsécher
Asiicht sech verdéiwe kann a wierksam zum Opbau vun enger friddlecher Welt bäidroe kann, mussen déi, bei
deenen d’Masse vun der Welt och nach zu sou enger spéider Stonn nach Féierung sichen, si aus vollem Häerz
bestätegen.
18. Wat elo déi sozial Gesetzer a Forme vun der Andacht ugeet, sou ginn et sécherlech nach grouss Ënnerscheeder
tëscht de grousse reliéisen Traditioune vun der Welt. Bedenkt een déi dausende vu Joren, wärend deenen
openeefolgend gëttlech Offenbarungen hu missen äntweren, an dat op Besoinë vun enger sech stänneg weider
entwéckelnder Zivilisatioun, kéint et wuel kaum anescht sinn. Tatsächlech schéngt d’Prinzip vum evolutionäre
Wiese vun der Relioun an de Schrëfte vun de meeschte grousse Reliounen eng Charakteristik ze sinn.
Wat moralesch net ka gerechtfertegt ginn, ass de Mëssbrauch vun engem kulturellen Ierwen, dat ursprénglech déi
geeschteg Erfarung beräichere sollt, als e Mëttel, Virurteeler an Entfriemung ze schafen. D’Haaptaufgab vun der
Séil wäert et ëmmer sinn, d’Wierklechkeet ze erfuerschen, am Accord mat de Wourechten ze liewen, vun deenen
d’Séil iwwerzeegt ass, an de Beméiungen anerer, dat selwecht ze maachen, volle Respekt entgéintzebréngen.
19. Et kéint een awennen dass, wann all grouss Reliounen hirem Ursprong no gläichermoossen als gëttlech
unzeerkenne sinn, dass dat da vill Mënschen dozou ermuddegt oder dass et dann op mannst fir vill Leit méi liicht
wier, sech vun engem Glawen zu engem aneren ze bekéieren. Op dat elo stëmmt oder net, ass sécher vun
zweetranger Bedeitung, am Verglach mat der Méiglechkeet, déi d’Geschicht fir déi opmécht, déi sech enger Welt
bewosst sinn, déi iwwer dës ierdesch hinausgeet, - an am Verglach mat der Verantwortung, déi dëst Bewosstsinn
mat sech bréngt. Jiddereng vun de grousse Reliounen kann androcksvoll a glafwierdeg fir hir Wierksamkeet beim
Fërdere vun engem moralesche Charakter bezeien. Genee sou ka keen iwwerzeegend behaapten, dass d’Doktrinne
vun engem bestëmmte Glawensystem méi Bigotterie an Awerglawe ervirbruecht hunn wéi déi vun enger aner
Relioun. An enger Welt déi zesummewiisst ass et natierlech, dass Verhalenmuster engem Prozess vu stännegem
Wandel ënnerworf sinn, an d’Aufgab vun den Institutiounen ass sécherlech ze préiwen, wéi dës Entwécklunge
kënnen orientéiert ginn, fir d’Eenheet ze fërderen. D’Garantie dofir, dass si schliesslech zu engem gesonde Resultat
féiere wäerten - geeschteg, moralesch a sozial-, läit am feste Glawe vun de Masse vun den Awunner vun der Welt,
déi net gefrot goufen, dass d’Universum net duerch mënschlech Laune regéiert gëtt, mee duerch eng Vorsehung, déi
gären huet an déi onfeelbar ass.
308 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 5/6
Intro ...
20. Mat dem Zesummefale vun de Barrièren déi Vëlker trennen, erlieft onst Zäitalter och den Zesummebroch vun
enger bis elo oniwwerwanbarer Mauer, déi, wéi d’Vergaangenheet ugeholl huet, fir ëmmer d’Liewe vum Himmel
vun deem vun der Äerd trenne géif. D’Schrëfte vun all de grousse Reliounen ënnerrichten de Gleewege säit jeehir,
den Déngscht un dem aneren net nëmmen als eng moralesch Flicht ze betruechten, mee als e Wee, op deem d’Séil
Gott ka méi no kommen. Haut gëtt déi progressiv Neistrukturéierung vun der Gesellschaft dëser laang bekanntener
Léier eng erweidert Bedeitung. Sou wéi dat uraalt Versprieche vun enger Welt, déi duerch d’Prinzipie vu
Gerechtegkeet fonktionéiert, all Dag méi e realistescht Zil gëtt, wäert et och als Aspekter vun engem räife
geeschtege Liewen ugesi ginn, sech esouwuel de Bedürfnisser vun der Séil wéi och déi vun der Gesellschaft ze
widmen.
21. Wa reléis Féierung sech der Erausfuerderung stelle wëll, déi dës Asiicht bedeit, muss si domat ufänken, Relioun
a Wëssenschaft als zwee onentbehrlech Wëssensystemer unzeerkennen, duerch déi sech d’Méiglechkeete vum
Bewosstsinn entfalen. Relioun a Wëssenschaft widdersprieche sech net, am Géigendeel: dës fundamental Mëttel,
mat deenen de Geescht d’Wierklechkeet erfuerscht, hänke vuneneen of a ware ganz produktiv, dat an de raren awer
glécklechen Epoche vun der Geschicht, an deenen hiert komplementaart Wiesen erkannt gouf a si zesummeschaffe
konnten. D’Asiichten an d’Fäegkeeten, déi wëssenschaftleche Fortschrëtt ervierbréngt, wäerte stänneg Féierung
duerch geeschteg a moralesch Verantwortung siche mussen; reliéis Iwwerzeegungen, wéi vill d’Häerz och un
hinnen hänkt, musse sech bereetwëlleg an dankbar onparteilecher Iwwerpréiwung duerch wëssenschaftlech
Methoden ënnerzéien.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 229 -
22. Mir kommen elo schliesslech zu engem Punkt, iwwer dee mir mat engem gewësse Bedenke schwätzen, well en
direkt eist Gewësse betrëfft. Ënnert de ville Prüfungen, déi d’Welt bereethält, begéine reliéis Leaderen, an dat
iwwerrascht net, besonnesch dacks der Versuchung, a Glawensfroen, Macht auszeüben. Keen, dee sech laange
Joren dem seriöen Nodenken an dem Studium vun de Schrëfte vun enger vun de grousse Relioune gewidmet huet,
muss eréischt un déi heefeg Beobachtung erënnert ginn, dass Muecht korrupt maache kann, an dëst ëm sou méi, je
méi déi Muecht wiisst. Déi Victoiren, déi duerch all Zäitalter hinduerch vun enger Onmass vu Geeschtleche
gewonne goufen, sinn ouni Zweiwel eng vun de wichtegste Quelle fir déi schëpferesch Kraaft vun der Relioun a
mussen zu hiren héchsten Auszeechnunge gezielt ginn. Am selwechten Ausmooss erleien aner reliéis Leader dem
Charme weltlecher Muecht an hire Virdeeler, wat e fruchtbaren Nierbuedem duerstellt fir Zynismuss, Korruptioun a
Verzweiflung bei alleguer deenen, déi dat gesinn. Wat dat fir d’Fäegkeet vu reliéise Leadere bedeit, hirer
gesellschaftlecher Verantwortung zu dësem Zäitpunkt vun der Geschicht nozekommen, brauch kee Kommentar.
309 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 6/6
Intro ...
23. Well d’Relioun sech mat der Vereedelung vum Charakter an der Harmoniséierung vu Bezéiunge befaasst, huet
si (d’Relioun) schonn ëmmer als héchsten Autoritéit gedéngt, wann et dorëms goung, dem Liewe Sënn ze ginn. An
all Zäitalter huet si dat Gutt kultivéiert, dat Schlecht condamnéiert an dem Bléck vun all deenen, déi dozou gewëllt
waren, eng Visioun vu Méiglechkeeten opgemaach, déi bis dohin nach net ausgeschöpft waren. Duerch de Rot vun
der Relioun gouf déi vemonftbegabte Séil ermuddegt, vun der Welt gesetzte Grenzen ze iwwerwannen a sech
selwer ze erfëllen. Gläichzäiteg war d’Relioun, wéi den Numm et scho seet, déi mächtegst Kraaft, déi
ënnerschiddlech Vëlker an ëmmer méi grouss a komplex Gesellschafte mateneen ze verbannen, duerch déi déi sou
fräigesate verschidde Fäegkeeten Ausdrock fanne konnten. De grousse Virdeel vun dësem Zäitalter ass de
Bléckwénkel, déi et der gesamter Mënschheet erméiglecht, dësen Zivilisatiounsprozess als en eenzegt Phänomeen
ze gesinn: dat ëmmer nees zréckkommend Treffe vun eiser Welt mat der Welt Gottes.
24. Inspiréiert vun dëser Perspektiv, huet d’Bahâ’i Gemeng sech vun Ufank aus u staark fir den interreliéisen Dialog
agesat. Niewent der wäertvoller Zesummenaarbecht, déi sou Aktivitéiten entstoe loossen, gesinn d’Bahâ’i am
Beméie vu verschiddene Reliounen, een deem aner méi no ze kommen, eng Äntwert op de gëttleche Wëlle fir eng
Mënschheet, déi an hir kollektiv Maturitéit antrëtt. D’Membere vun eiser Gemeng wäerte weiderhin op all fir eis
méiglech Manéier hëllefen. Mir sinn et awer eise Partnere bei dëse gemeinsame Beméiunge schëlleg, kloer eis
Iwwerzeegung duerzeleeën, dass den interreliéisen Dialog, wann hien en eeschte Beitrag zur Heelung vun de Leide
leeschte wëll, déi eng verzweiwelt Mënschheet quälen, sech elo éierlech an ouni weider auszewäichen der
praktescher Bedeitung vun där ëmfaassender Wourecht zoudréine muss, déi dës Beweegung eréischt entstoe gelooss
huet: dass et nëmmen ee Gott gëtt, an dass, iwwer all Ënnerscheeder a kultureller Ausprägung a mënschlecher
Interpretatioun ewech, och d’Relioun nëmmen eng ass.
25. Mat all Dag wiisst d’Gefor, dass déi ugefaange Feier reliéiser Virurteeler e Weltbrand entfachen, deenen hir
Konsequenze sech kee virstelle kann. Sou eng Gefor kënnen d’Regierungen net ouni Hëllef iwwerwannen. Och
sollte mir eis net virmaachen, dass einfach Opriff zur géigesäiteger Toleranz Feindséilegkeeten ausläsche kënnen,
déi fir sech beasprochen, Gottes Segen ze besëtzen. D’Krisis erfuerdert vun de Leadere vun de Reliounen e Broch
mat der Vergaangenheet, sou decisif wéi déi, déi der Gesellschaft de Wee opgemaach huet, genee sou zerstéieresch
Virurteeler vu Rass, dem Geschlecht oder der Natioun ze iwwerwwannen. Wa Beaflossung a Gewëssens-
ugeleeënheeten iwwerhaapt kënne justifiéiert ginn, dann nëmme wa si dem Wuelergi vun der Mënschheet déngen.
An dëse gréissten Dréipunkt an der Geschicht vun der Zivilisatioun kënnt net méi kloer sinn, wat sou en Déngscht
verlaangt. ,, D’Wuel vun der Mënschheet“, drängt Bahâ'u'llâh, „hire Fridden an hir Sécherheetsinn onerreechbar,
èier net hir Eenheet fest begrënnt ass. “ D’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet
310 De geheime Plang vum Iran fir eng reliéis Communautéit ze exterminéieren 1
310t Sendung, 5ten a 6te Mee 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, d’Vertrieder vun der intemationaler Bahâ’i
Communautéit hu mat Besuergnes reagéiert, an dat op eng offiziell Deklaration vun engem Beamte vun de
Vereenten Natiounen. 2 Et geet hei ëm dat wat déi iranesch Regierung géint d’Bahâ’i am Iran ënnerhëlt. Hei zu
Lëtzebuerg ass de Bahâ’i Informatiounsbüro amgaang, d’Deputéiert an d’Regierung méi genee iwwer dës schlëmm
Zoustänn ze informéieren. Eng Rei vun Deputéierten a Ministere si besuergt an iwwerleeë sech, wéi si kënnen
hëllefen.
1 Titre d ’un document de la Communauté internationale bahâ ’ie, 2000
2 extraits du communiqué depresse du bureau d’information au Luxembourg, 30 mars 2006
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-230 -
Dëse Bericht kënnt vun der Madame Asma Jahangir, Sonderberichterstatterin fir Reliouns- a Glawensfräiheet bei
der UNO. Si ass ganz besuergt iwwer d’Schicksal vun de Bahâ’i am Iran. Et geet ëm e geheime Bréif, deen Enn
Oktober 2005 vum Chef du commandement vum Etat-Major vun der iranescher Arméi un Agencë vun der
Regierung geschéckt gouf. Dëse Bréif, deen sech un den Informatiounsministère, d’Garde revolutionnaire an un
d’Police riicht, seet dass de Guide suprëme, den Ayatollah Khamenei, den Uerder ginn huet, fir all déi Leit ze
identifiéieren, déi dem Bahâ’i Glawen ugehéieren a fir genee opzepassen wat si alles maachen. Am Bréif steet ganz
kloer, dass si all méiglech Informatiounen iwwer d’Membere vum Bahâ’i Glawe sammelen sollten, an dat op eng
ganz vertraulech Manéier.
Léif Nolauschterer, dir musst wëssen, dass d’Bahâ’i zënter der Revolutioun vun 1979 Affer vu stänneger
Verfollegung sinn. Iwwer 200 Bahâ’i sinn am Iran ëmbruecht ginn, an dat aus enger Ursaach: well si Bahâ’i sinn.
An haut si mir extrem besuergt ëm d’Liewe vun de Bahâ’i am Iran. Well esou eng Aktioun vun der iranescher
Regierung bis elo eenzegaarteg ass, freet d’intemational Bahâ’i Communautéit den iranesche Botschafter ëm eng
Erklärung. Och an de Medien am Iran ginn d’Bahâ’i ugegraff. Si hu keng Méiglechkeet z’äntweren. Et ass kloer
dass dës Ugrëff staatlech gelenkt ginn. Déi offlziell Teheraner Dageszeitung Kayhan huet an de leschte Woche méi
wéi 30 Artikelen iwwer d’Bahâ’i an hir Relioun gedréckt; si waren all verleumderesch an drop of fir ze
provozéieren. Radio a Femseh hu sech dëse Beiträg ugeschloss, déi d’Bahâ’i an hir Iwwerzeegungen vemerteelen.
Mir wëssen, zu wat hasserfëllte Propaganda féiere kann; déi jénkst Vergaangenheet offréiert eis eng Onmass vu
Beispiller vun hire schreckleche Konsequenzen. Mir riichten am Numm vun eisen iranesche Glawensbridder un all
Natiounen a Vélker den dréngenden Appell net zouzeloossen, dass Mënschen, déi de Fridde gär hunn an déi dem
Gesetz trei sinn, dass si den Extremen ausgesat ginn, zu deem blannen Haass féiere kann. Déi schrecklech Doten,
déi an der Vergaangenheet aus änlechen Ëmstänn passéiert sinn, duerfen net méi zougelooss ginn. Net nach eng
Kéier.
25 Joer no der Ausmffüng vun der islamescher Republik ass d’Bahâ’i Gemeng am Iran mat ronn 350.000
Gleewegen nach ëmmer déi gréisste reliéis Minoritéit am Land. D’Membere vun der Bahâ’i Gemeng ginn awer net
als reliéis Minoritéit unerkannt. Si hu kee Recht hir Relioun auszeüben.
Déi iranesch Verfassung zielt nëmmen Zoroaster, Judden a Chrëschten zu den unerkannte reliéise Minoritéiten.
D’Bahâ’i Relioun ass domat net legitim. Fir d’Regierung sinn d’Bahâ’i Apostaten, déi vum richtege Glawen
ofkomm sinn. Si gëllen als ongeschiitzt Netgleeweg.
Zengdausende vu Bahâ’i am Iran hunn hir Aarbecht verluer a kréie keng Pensioun. Si goufen aus dem ëffentlechen
Déngscht an den Héichschoulen entlooss. Bahâ’i Jugendlech bleift den Zougank zum Universitéitsstudium verwiert.
D’Bahâ’i hu kee Recht fir ze ierwen.
Fir d’Joeren 2002, 2003 an 2004 ass eng Verschäerfung vun der Verfollegung festzestellen. Willkürlech
Kuerzzäitinhaftéierungen hunn zougeholl, genee sou wéi Aschüchterungen, Konfiskéiemnge vun Eegentum an
Agrëff a privat Bahâ’i Jugendklassen. Nach ëmmer ass ee Bahâ’i aleng wéinst senger Glawenszougehéieregkeet a
liewenslänglecher Haft.
An de leschte Joeren huet den Iran probéiert sech esou duerzestellen, dass si prett sinn fir sech der Welt-
gemeinschaft unzeschléissen. Si wëllen en Image ginn vun Toleranz. De President Khatami, sot zum Beispill dass
d’Mënschheet an en neit Jorhonnert vu Mënschlechkeet, Verstoen an unhalende Fridden erakënnt. Wat awer
d’Bahâ’i Fro ugeet, sou huet déi iranesch Regierung näischt ze soen. Dofir ass eng kontinuéierlech intemational
Kontroll déi eenzeg Form vu Beschützung fir d’Bahâ’i am Iran. Wann déi international Ënnerstëtzung fir d’Bahâ’i
Gemeng noléisst, bedeit dat fir déi iranesch Autoritéiten, dass si kënne weiderfuere mat hirer Kampagne, d’Bahâ’i
Gemeng am Iran an hir Kultur auszeläschen.
D’Bahâ’i am Iran siche keng spezial Privileger. Si wëllen nëmmen hir Rechter an der universeller Mënsche-
rechtsdeklaratioun, d’Recht fir ze liewen, d’Recht op Fräiheet, d’Recht op Erzéiung an Aarbecht an d’Recht seng
Relioun kënnen auszeüben.
Wat gebraucht gëtt si legal an ëffentlech Schrëtt woubei d’Bahâ’i am Iran emanzipéiert ginn. Nëmmen da kann ee
soen dass den Iran sech un d’Mënscherechter hält.
311 Iwwer d’Léieren
311t Sendung um Radio ARA, 12ten an 13te Mee 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, eppes wat de Mënsch
onbedéngt brauch fir ze liewen ass säi Striewen no Wëssen an Erkenntnes. Dat mécht aus ons am Liewen méi a méi
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-231 -
zu Leit déi sichen, zu Leit déi fiierschen an zu Leit déi entdecken. Mir si virwëtzeg, mir stelle Froen, mir kucken
hannert d’Saachen a mir probéieren Zesummenhäng ze gesinn. 1 2
Mir si gebuer fir ze léieren, a mir liewen nëmme wierklech dann, wa mir an Harmonie si mat eisem wierkleche
Wiesen, wa mir am Léierprozess bleiwen. Et ass dat eng liewenslaang Disziplin fir sech ze entschléissen ze wuessen
an dat mat enger stralender Visioun a mat kloeren Ziler. D’Plaz fir ze léieren ass déi ganz Welt, an d’Erfarungen an
d’Leit déi mer begéinen, sinn alles Schrëtt fir ze léieren an dat mat ënnerschiddleche Messagen. An dëse Kreeslaf
vum Léieren ass eréischt da fäerdeg a mir kënnen eréischt da weiderkommen, wa mir eist Léierpotential voll
ausgenotzt hunn. Heiansdo am Liewen widderhuele sech awer Evenementer, fir dass déi Lektioun vum Liewen och
geléiert gëtt.
A geléiert hu mir eng Saach net dann, wa mir se wëssen, mee eréischt dann, wa mir och duemo handelen. Dat ass
vläicht den éischte Schrëtt zur Wäisheet.
Dozou en Zitat vum Peter Senge. Hie seet: « Léieren heescht an dësem Zesummenhang net, dass ee méi
Informatiounen ophëlt, mee dass een d’Fäegkeet enveidert, d’Resultater ze erzilen, déi een am Liewe wierklech
ustrieft. Dëst Léieren ass e liewenslaange, schëpferesche Prozess... »
An elo dës léif Geschicht vum Willi Hoffsümmer : Wéi Kricher entstinn ? « Pappi »,freet de Jong, « wéi entstinn
eigentlech Kricher ? » « Djo, mäi Jong, dat ass esou : Huele mir emol zum Beispill un, England streit sech mat
Amerika iwwer iergend eppes... » D’Mamm héiert dat an ënnerbrécht direkt: « Schwätz dach kee Kabes, England
an Amerika wäerten sech dach net matenee streiden. » « Dat behaapt jo och guer keen ! Ech wëll dem Jong dach
nëmmen e Beispill ginn. » « Mat esou engem Quatsch bréngst du de Jong dach nëmmen duercherneen. » « Wat
seess de ?, ech maachen de Jong duercherneen ? Wann et no dir géing, da géif hie guer näischt léieren ! » « Wat
seess du do ? Dat stëmmt dach guer net... » An du rifft de Jong zu den Elteren : « Merci Papp, ech hu verstan, elo
weess ech wéi Kricher entstinn. »~
Bahâ’u’llâh vergläicht d’Aarbecht vun emgem Erzéier mat där vun engem Gäertner. De Gäertner bekëmmert sech
ëm verschidde Planzen. Eng Planz ass frou mat der Sonn wärend déi aner léiwer de kille Schiet gär huet; déi eng
Planz wiisst besser am Dall an déi aner besser um Bierg. Eng Planz wiisst am beschten am sandege Buedem, eng
aner besser am Leem. All Planz brauch hir eege Fleg, am anere Fall bleift hir Vollendung onbefriedegend. 3
An dann nach dës kuerz chinesesch Geschicht: De Wäert vum Schwätzen. E Schiiler freet säi Schoulmeeschter :
« Meeschter, huet et e Wäert, vill ze schwätzen ? » « Wat soll et e Wäert hunn, vill ze schwätzen, » äntwert de
Meeschter. « Huel zum Beispill e Fräsch am Weier. Hie quackt de ganzen Dag an déi ganz Nuecht, bis säi Mond
dréchen ass. Awer et ass keen, deen him nolauschtert. Den Hung am Hingerstall dogéint kréit nëmmen e puer moi
moies fréi a jidderen héiert hien, wëll d’Mënsche wëssen, dass et gläich Daggëtt, wann den Hunn kréit. Dofir
schwätz nëmmen, wann et och e Sënn huet. »
312 Gtobak WueMand. Deel 1/3
312t Sendung um Radio ARA, 19ten an 20te Mee 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, dëst Joer ass et genee e
Jorzéngt dass d’Vereenten Natioune versichen, Aarmut aus der Welt ze schafen. Aarmut aus der Welt schafen ass
keng liicht Saach a brauch sécher méi wéi zeng Joer. Et ass eng Fro vu Solidaritéit tëschent de Mënschen. Et ass eng
Fro vu Vertrauen wat mat menge Spende geschitt an op si och op déi richteg Manéier un déi Leit kommen, déi
Hëllef brauchen. Wéi kann een Aarmut aus der Welt schafen? Mir wëssen elo alleguer, dass et mat Geld eleng net
ze maachen ass. An da muss een sech och froen, wat dann Aarmut iwwerhaapt ass.
D’intemational Bahâ’i Gemeng huet der Kommissioun fir sozial Entwécklung bei der UNO Virschléi gemaach mat
sechs Punkten déi dozou bäidroe kënnen, Aarmut aus der Welt ze schafen. Op Englesch geschriwwe mam Titel: A
New Framework for Global Prosperitv. En neie Kader fir globale Wuelstand. Hei elo e puer Gedanken aus dem
Dokument. 4
D’Zil vun der Entwécklung ass déi, dass et dem Mënsch besser geet. Mënschlech Solidaritéit ass d’Basis fir eng
Entwécklung déi unhalend ass. Ëmmer méi Leit op der Welt hunn d’Gefill dass si hiren Deel vu Verantwortung
hunn, dass si eppes kënne maachen, fir deenen ze hëllefen, deenen et miserabel geet. Et huet jo schliesslech keen
1 Goldene Âpfel, S99
2 Goldene Âpfel, S102
3 Baha'u'llah unddas Neue Zeitalter, S. 176
4 http://www.bic-un.bahai.org/
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-232 -
entscheed, an eisem nach Schlaraffenland op d’Welt ze kommen, an net an engem aarmen Duerf an Indien oder
Afrika oder soss enzwousch wou elo Krich ass.
Dass et eiser Welt net gutt geet, huet mengen ech, elo jidderee matkritt. Mir si besuergt ëm eise Planéit an d’Leit déi
drop liewen. Et ginn eng Rei vu Krankheeten, déi eis drun hënneren dass Mënschen an Natioune sech kënne
friddlech entwécklen. Meedercher a Frae gi marginaliséiert. A ville Länner gëtt et keng politesch Fräiheet. AIDS ass
amgaang sech méi a méi auszebreeden. Gewalt a Konflikt huelen zou. Reliéis Intoleranz an Extremissmuss,
Gesetzlosegkeet a méi grouss Aarbechtslosegkeet, all déi Saachen, kënnen net nëmmen duerch Sue bekämpft ginn.
Et sinn dat sozial Krankheeten déi eng aner Manéier vun Aarmut weisen. Et geet hei ëm Wäerter an Astellungen
tëschent de Mënschen an Natiounen, tëschent deenen déi regéieren an deenen, déi regéiert ginn.
Aus der Bahâ’i Siicht ass den Zweck vun der Entwécklung ganz kloer. Entwécklung dréit dozou bäi, eng nei sozial
an international Uerdnung ze schafen, eng Uerdnung déi et fäerdeg bréngt dauerhaft Konditiounen ze schafen a
bäizebehalen wou d’Mënsche kënne weiderkommen, an dat op moraleschem, kulturellem an intellektuellem Plang.
D’Bahâ’i si fest dervun iwwerzeegt dass eis Gesellschaft sech muss grondleeënd veränneren. Dëse Changement ass
noutwenneg fir deen Eenzelnen souwuel fir eis sozial Strukturen. Mir mussen dës Verännerung ganz bewosst a
systematesch maachen. Aus dëser Siicht kann een Aarmut esou defméieren: Aarmut ass d’Feele vu Ressourcen,
physesch, sozial an ethesch - déi néideg sinn, fir Bedingungen ze schafen, wou d’Fäegkeete vum Eenzelnen, vun de
Gemeinschaften a vun den Institutioune gefërdert ginn. A wéi eng Fäegkeete musse gefërdert ginn? Déi moralesch
Fäegkeeten, déi materiell Fäegkeeten an déi kreativ Fäegkeete vun eis all.
Dës Definitioun vun Aarmut kann eis hëllefen, zesumme virun ze kommen an drun ze schaffen, d’Aarmut
ofzeschafen. Dozou kënnt nach de Glawen dass d’Natur vum Mënsch essentiell gutt ass a geeschteg. Wat elo déi
eenzel Recommandatioune fir d’Ofschafung vun der Aarmut an der Welt sinn, dat gesi mir an eiser nächster
Emissioun.
313t Sendung um Radio ARA, 26ten an 27te Mee 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, wéi mir an eiser leschter
Emissioun gesinn hunn, brauche mir en neie Kader fir Aarmut kënnen aus der Welt ze schafen, fir kënnen un engem
globale Wuelstand fir jiddereen ze schaffen. Hei elo e puer Recommandatiounen un d’UNO vun der intemationaler
Bahâ’i Communautéit.
4. Overcome the limitations ofparticularistic mindsets. Wa mer Aarmut wëllen ofschafen, ass ett néideg dass deen
Eenzelnen an déi verschidden Natioune léieren, fundamental anescht ze denken. Lues a lues brauche mir e Gefill vu
globaler Solidaritéit a Verantwortung. Integréiert an all eis Beméiunge fir Entwécklung weiderzeféieren sinn
d’Mënscherechter. Et gi schonn eng Rei vu flott Initiativen fir méi gerecht Handels- a Finanzsystemer ze schafen,
nei Konzepter vu Souveränitéit, méi international Gesetzer an eng dramatesch Steigemng a Rees- a
Kommunikationstechnologie. Mir mussen eis elo dmginn, eis Notioune vu Verantwortung a Biergertum ze
erweidere bis mir verstinn dass d’Beméiunge an de Fortschrëtt vun aner Vëlker an Natiounen wéi eis eegen
erschéngen. Sou e Wiessel an eisem Denken ass eng praktesch Äntwert op d’Unerkennung dass Fridden a
Wuelstand onzertrennbar sinn an dass keng Natioun a keng Communautéit dauerhafte Notze kann hunn, wann
d’Wuelerginn vun den Natiounen als e Ganzt ignoréiert oder vemoléissegt gëtt.
5. Enhance local deliberative andproblem-solving capacitv. Dacks ass et esou, dass d’Projeten déi wëllen Aarmut
ofschafen, déi aarm Leit einfach als Persoune gesinn, déi ënneremährt sinn, Leit déi iwwerrannt sinn vun deem wat
si brauchen a vun der Situatioun an där si sech befannen. Vill méi sollt een déi Leit als kapabel ugesinn, fäeg fir
selwer an hire Gemengen e Changement erbäizeféieren. Den Défi fir Entwécklungsefforten ass deen, Methoden a
Weeër ze fannen, déi et Eenzelner a Gemengen erlaben, hir eege Problemer ze léisen; d’Fäegkeet vun enger
Gemeng méi komplex sozial Problemer unzegoen ass en Haaptzeeche vu Fortschrëtt. Wesentlech ass dobäi
d’Fäegkeet Gruppenentscheedungen ze maachen, dass ee ka verschidde Meenungen zesummebréngen, dass ee kann
déi bescht Léisung sichen. Domat ass et da méiglech, Engagement a Solidaritéit ze schafen, fir kënnen eng
Décisioun duerchzeféieren.
6. Implement gender-based budgeting. Vill Studie bestätegen dass d’Aarmut vun de Fraen net déi selwecht ass wéi
déi vun de Männer. Déi sozial a kulturell Rolle vun de Fraen an hir Relatioun zu der Muecht an der Autoritéit sinn
anescht wéi déi vun de Männer. Dës Ënnerscheeder sinn awer seelen an offizielle Statistiken iwwer d’Aarmut
opgefouert an dofir weess een dacks net wéi d’Resourcen op lokalem, nationalem a regionalem Niveau verdeelt
sinn. Fir dass d’Regiemnge sech kënnen asetzen fir d’Gläichheet vun de Geschlechter, mussen déi ëffentlech
Ausgaben och eng “Gender-Analysis ” beinhalten - wou d’Fraen och dm bedeelegt si fir iwwer de Budget ze
decidéieren, ...
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 233 -
Vu dass d’Fraen nëmmen ëm déi 15% vu gewielte Sëtzer an de Parlamenter weltwäit hunn, läit d’Muecht fir
Gesetzer ze stëmmen a fir e Changement erbäizeféieren, op nationalem a globalem Niveau, virun allem bei Männer.
... An deem Mooss wou d’Frae méi Méiglechkeete kréie fir an alle Beräicher matzeberoden a matzëentscheeden, an
deem Mooss wou eng nei Form vu Partenariat tëschent Männer a Fraen entsteet, an deem Mooss entsteet e Potential
fir all Institutioun vun der Gesellschaft ze revolutionéieren; vun der Famill bis zur Regierung. Domat gi genee déi
Konditioune geschaf déi e Fortschrëtt an e Wuelstand iwwerhaapt méiglech maachen.
An eiser nächster Emissioun gesi mir weider Punkten, déi déi international Bahâ’i Gemeng der UNO fir
d’Ofschafimg vun der Aarmut proposéiert huet.
$14 Gl'Otoale Waetstamlt Deel 3/3
314t Sendung um Radio ARA, 26ten an 27te Mee 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, wéi mir an eiser leschter
Emissioun gesinn hunn, brauche mir en neie Kader fir Aarmut kënnen aus der Welt ze schafen, fir kënnen un engem
globale Wuelstand fir jiddereen ze schaffen. Hei elo e puer weider Recommandatiounen un d’UNO vun der
intemationaler Bahâ’i Communautéit.
8. Create rural centers of technology, training and research. Nei Technologien aféieren ass e feste Bestanddeel vun
Entwécklung. Mee et kënnt awer dacks vir dass si net fir d’Kultur an d’Gemeng passen, do wou si agefouert goufen.
Informatiouns a Kommunikatiounstechnologien si genee sou wichteg wéi och d’Schafung vu lokalen Institutiounen,
wéi Formatiounszenteren, déi et awer fäerdeg bréngen, modem wëssenschaftlech Methode mat lokale Gebräicher
zesummenzebréngen. Domat gëtt déi lokal Bevëlkemng direkt mat abezunn, wann nei Iddien implementéiert ginn.
Wierklech Entwécklung besteet doranner déi lokal Kapazitéit ze schafen fir bei neien Technologien matzeschaffen,
an dat fir dat Gutt vun der ganzer Gemeng.
9. Expand development indicators to asses ethical and moral values. Fir Aarmut a mënschlech Entwécklung ze
moossen, ginn et verschidden Indikateuren a Methoden, sou zum Beispill de Produit National Bmt an de
mënschlechen Entwécklungsindex. Si bestëmme wat bewäert gëtt an domat hu si hir Wichtegkeet wa Prioritéiten an
Entwécklungsrichtlinie gesat ginn. Materielle Fortschrëtt a gesetzlech Mesure fir Uerder ze sécheren ginn awer net
duer beim Progrès vu Communautéiten an Natiounen. Moralesch Fäegkeeten déi eist Verhale bestëmmen an
d’Huele vun Entscheedunge vun Eenzelnen an Institutiounen mussen och entwéckelt ginn.
10. An engem Effort fir Methoden ze fannen déi d’Entwécklung an enger Gemeng aus enger moralescher
Perspektiv gesinn, huet déi international Bahâ’i Gemeng folgend Prinzipien als Basis fir d’Konstmktioun vun
etheschen Entwécklungsindicateuren proposéiert: éischtens emol de Prinzipp vun der Eenheet an der Villfalt, also
an deem Mooss wou all d’Memberen aus enger Gemeng am Gemengeliewen integréiert sinn. Dann hu mer
d’Prinzip vun der Gläichheet an der Gerechtegkeet. Dat heescht an deem Fall sech vergewësseren dass jiddereen
d’Méiglechkeet huet, déi materiell a sozial Ressourcen kënnen ze benotzen an dass se fair verdeelt sinn. Aner
Prinzipie sinn d’Gläichheet vun de Geschlechter; Eierlechkeet, d’Fräiheet ze denken, d’Gewëssensfräiheet a
Glawensfräiheet. All dës Prinzipie kënnen a verschidde Beräicher direkt an d’Praxis ëmgesat ginn; an der
wirtschaftlecher Entwécklung, an der Erzéiung, do wou een sech ëm d’Ëmwelt asetzt an do wou regéiert gëtt.
Entwécklungsziler kënne gesat ginn an nei Indikateure kënne geschaf gi fir Fortschrëtt zu dësen Ziler kënnen ze
moossen.
11. Eliminate extremes of wealth. Extrem Aarmut hänkt zesumme mat extremem Räichtum. Dat globalt
wirtschaftlecht System ass interconnectéiert. Dofir kann een net op där enger Säit en Extrem ofschafen wärend deen
aneren Extrem weider kann existéieren. Wann ee wëllt Aarmut aus der Welt schafen, muss een op en neits an
eeschthaft déi global Systemer a Prozesser re-evaluéieren. Dozou gehéieren d’Manéier wéi regéiert gëtt, wéi
gehandelt gëtt an dozou gehéieren och déi privat Transaktiounen. Si alleguer droen dozou bäi dass déi Räich méi
räich ginn an déi Aarm méi aarm ginn. Grouss Firmen a Korporatioune solle méi responsabel handelen, net nëmmen
am Beräich vun der Ëmwelt an den Aarbechtskonditioune mee och wat d’Mënscherechter ugeet. D’Legitimitéit an
dee soziale Virdeel vun engem senge materielle Ressourcen hänke vun de Mëttelen of, mat deene een dës materiell
Ressource ugeschaf huet an zu wéi engem Zweck ee se benotzt.
12. D’Vereenten Natioune musse méi wäit wéi zéng Joer no vir kucken, well dat ass eng relativ kuerz Zäit, an
d’UNO reagéiert dann an der Haaptsaach op d’Problemer. D’UNO, zesumme mat der Akademia an der ziviler
Gesellschaft, musse längerfristeg Szenarien an erwënschte Léisungen viru sech stellen. Dann hu si och vill méi
Méiglechkeeten, verschidden intellektuell Contributiounen ze akzeptéieren. A mat méi enger grousser Diversitéit
gëtt déi sou erzilte Visioun och méi räich. Loosse mir net zefridde sinn mam Minimum, loosse mer net zefridde si
mat kuerze materiellen Ziler. Et ass besser eng Visioun vun engem Wuelstand ze hunn, deen d’Masse vun der
Mënschheet inspiréiere kann, eng Visioun déi eis passionéiert fir dass mir zesumme kënnen un dëser Realisatioun
schaffen, an dat an engem bewossten Akt vu globaler Solidaritéit.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 234 -
315 De richtege Wee goen - E Buch fir Jugendlech vun 12-14 Joer
315t Sendung, den 9ten an lOte Juni 2006. De richtege Wee goen. So heescht ee vun den dräi Bicher fir Jugendlech
vun 12-14 Joer, dat zënter kuerzem zu Lëtzebuerg vun der ASBL Moments de Sérénité offréiert gëtt. Et ass dat eng
flott Méiglechkeet sech kënne besser am Franséischen oder am Däitschen auszedrécken. Zur Zäit gëtt et an engem
Lycée offréiert a vu September un an der Waldorf Schoul um Lampertsbierg. Wann s du also elo nolauschters, an
du wëlls besser Franséisch schwätzen, an dat op eng flott an interessant Manéier, da mell dech bei mir oder um
Radio ARA. Dat gëllt och fir franséisch Proffen, déi méi wëllen doriwwer wëssen. Meng Nummer ass den 091
334210 oder um Radio den 22 22 89.
An der Aféierung zum Buch schreiwen se: „Mir ginn dovun aus, dass déi Jugendlech,déi mat dësem Material
schaffen, normalerweis 13 oder 14 Joer al sinn, dass si liesen a schreiwe kënnen an das hir intellektuell Fäegkeeten
sou wäit entwéckelt sinn, fir hir Gedanken an engem gewësse Grad kloer kënnen auszedrécken. D 'Buch soll dohäi
hëllefen, dëst nach weider ze verstäerken. “
All jonke Mënsch sollt bestrieft sinn, seng Fäegkeeten, mat gudden Verständnes ze liesen an d’Ausdrocksverméigen
wierksam unzewenden an ze entwécklen. Et muss een, fir an enger Welt mat enger ëmmer méi grousser
Komplexitéit e produktivt a fruchtbaart Liewen ze liewen, an der Lag sinn, héich Idealer an eedel Wierder a reng
Doten ëmzesetzen. Besonnesch muss ee jonke Mënschen dat néidegt Geschir ginn, déi moralesch Themen ze
erkennen, wa si sech flr dëst oder dat entscheed hunn. Liesbicher am Beräich vun der Sproochfërderung eegne sech
gutt fir d’Entwécklung vun dëser wichteger Fäegkeet.
Fréier goufe Geschichten doflr benotzt, fir moralesch Konzepter vun enger Generatioun zur anerer weiderzeginn.
An dësem Buch hei fënnt een zwanzeg Geschichten aus verschiddene Kulturen, all mat engem universellen Thema.
Vill vun de Geschichte si bekannt a sou gehéiere si zum Ierwe vun der Mënschheet. Si ginn hei op eng Aart a Weis
erzielt, dass mat de moralesche Konzepter gläichzäiteg och Übungen am sproochlechen Ausdrock verbonne sinn.
D’Buch gëtt vun de Jugendlechen a klenge Gruppen ënner der Uleedung vun engem Tutor duerchgeschafft. All
zwanzeg Lektioune sinn no deem gläiche Schema opgebaut. No der Geschicht fënnt een eng Rei Verständnisfroen
an och eng Wortschatzübung. Duemo huet ee mat Hëllef vun enger Fro eng Gruppendiskussioun an d’Lektioun hält
op mat engem kuerzen Zitat.
Wann der wëllt, erzielen ech iech déi zweet Geschicht aus dem Buch. Op d’Feeler vun aneren ze kucken, ass eng
geféierlech Gewunnecht. Mir verléieren de Bléck op eis eege Feeler, wa mir eis Zäit domat verschwenden ze
mengen, mir wieren aneren iwwerleeën. Wär eis Energie net besser benotzt, wa mir eis eege Feeler verbessere
géifen?
An elo d’Geschicht: Ee fir seng Wäisheet bekannte Mann huet säi Jong mat an e schéine Gaart geholl, fir ze bieden
an ze meditéieren. Nach vill aner Leit waren och do, fir genee dat selwecht ze maachen. De Geroch vun de
Blummen, en duusse Wand an d’Geräisch vun engem Floss hunn eng roueg a friddlech Atmosphär geschaf. De
Papp a säi Jong souzen am Schiet vun engem Bam. De Jong huet wéi säi Papp gemaach, huet seng Aen zougemaach
an huet sech nëmme méi mat erhuewene Gedanke befaasst. Mee no enger Zäit gouf e midd. En huet ugefaang
ronderëm sech ze kucken, fir d’éischt op d’Blummen an op d’Vigel, an dunn op déi aner Leit. Zu senger
Iwwerraschung huet hie gesinn, dass d’Hallschecht vun hinne geschlof hunn. Hien huet bei sech geduecht: „All dës
Leit koumen hei hinn fir ze bieden. Si mengen all si wiere fromm. Awer si bieden net. Si maachen nëmme wéi
wann. “ An dat huet de Jong gestéiert an hien huet doriwwer nogeduecht. An du koum him en anere geféierleche
Gedanken. Hie freet säi Papp: „Si mir net besser wéi déi, déi schlofen am plaz ze bieden? “
De Papp war e Moment roueg a sot dunn zu him: „Vläicht wäre mir jo besser, wann s du dës Fro net gestallt häss.“
Sou wäit d’Geschicht. Wéi scho gesot, da kommen e puer Froen zum Verständnes an e puer Froen iwwer
d’Bedeitung vun de Wierder. Fir d’Diskussioun iwwer d’Geschicht unzefänken gëtt déi heite Fro gestallt: „ Wéi eng
Gedanke kënnte bei engem Iwwerleeënheetsgefiller ausdrécken? “
An d’Lektioun hält mat dësem Zitat op: „ Wësst dir, firwat Mir iech aus deem gläiche Stëbs erschafhunn? Fir dass
kee sech iwwer deen aneren erhiewe soll. Bedenkt ëmmer an ärem Häerz, wéi dir erschaf gouft. “
Merci fir d’Nolauschteren, a wéi gesot mellt iech um Radio oder bei mir wann dir iech fir méi esou Geschichten
interesséiert.
316 Bahâ’t Gebieder
Sendung 316, 16ten a 17te Januar 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, an eise leschten 300 Emissiounen hu mir
sécher méi wéi 100 mol kuerz iwwer d’Gebiet am Bahâ’i Glawe geschwat. Heiansdo hu mir och eenzel Gebieder op
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 235 -
der Antenne gesot. Haut kucke mir eis e bësse méi genee déi eenzel Gebieder un, déi et an de Bahâ’i Schrëfte ginn.
Et fënnt een an de meschten Editioune vu Gebietsbicher op Däitsch, Franséisch an Englesch gutt 180 Gebieder. Dës
Gebieder sinn engersäits fir ganz bestëmmte Geleeënheeten, sou zum Beispill fir déi Verstuerwen, fir d’Famill, fir
Hëllef oder Gebieder fir Kanner a Jugendlecher.
D’Gebietsbuch huet een Deel mat den dräi deegleche Flichtgebieder, vun deenen een ee sollt soen, da kënnt en Deel
mat den allgemenge Gebieder, déi een zu jidder Zäit soe kann, an dat wéi ee wëll a mat wiem ee wëll. An da gëtt et
een Deel fir Gebieder déi fir speziell Geleeënheete geduecht sinn. Dës Gebieder hunn och eng besonnesch Kraaft.
Kucke mir eis elo déi allgemeng Gebieder méi genee un. Wa mir eis op dat däitscht Gebietsbuch baséieren,
kommen do fir d’éischt d’Gebieder fir Gott ze luewen. Dës Klassifizéierung ass einfach gemaach ginn, fir
d’Gebieder méi liicht erëmzefannen. D’Iwwerschrëfte selwer also gehéieren net zu den hellege Schrëften.
Am éischte Gebiet iwwer de Luef liese mir:,, O Gott, deen deen ech ubieden, mäi Kinnek, meng Sehnsucht! Wéi eng
Zong kënnt mäin Merci un Dech riichten? Ech hunn net opgepasst, Du awer hues mech erwächt. Ech hu mech vun
Dir ewech gedréint, Du awer hues mir gnädeg gehollef, dass ech mech Dir nees zougedréint hunn. Ech hunn engem
Doudege geglach, Du awer hues mech mam Waasser vum Liewe belieft. Ech war wéi verdréchent, Du awer hues
mech mam himmlesche Floss vun Denge Wierder erfrëscht, déi sech aus der Fieder vum Allbaarmhäerzegen ergoss
hunn. ... Ech bieden dech ..., stéi mir jidderzäit, an all Situatioun bäi an hëllef mir, ... “ 1
Am Ufank vum Gebietbuch fënnt een en Zitat vu Bahâ'u'llâh wou Hie seet dass all déi Plaze geseent sinn, wou Gott
ernimmt gëtt a wou Säi Luef verherrlecht gëtt. Zu dësem Zitat gëtt et eng Melodie, déi sécher vu bal all Bahâ’i
weltwäit bekannt ass.
Hei nach e puer Passagen aus dem Gebietbuch, iwwer de Luef:,, Gelueft sief Däin Numm, o mäi Gott, ... mäin Zil...
Keen ausser Dir nëtzt mir, o mäin Här an nëmmen no bei Dir ze sinn, bréngt mir Gewënn. ... Verzei mir, o mäin
Här, ,.Du bass a Wierklechkeet deen, deen ëmmer verzeit, dee Matleedvollsten. “ 2
An engem anere Gebiet soe mir Merci, dass Gott eis fäeg gemaach huet, seng Offenbarung ze erkennen, an dass mir
eist Häerz fest op Hie riichten. Mir soen eisem Schëpfer Merci, dass Hien eis Kraaft ginn huet fir standhaft a Senger
Léift ze sinn. Mir soen Him Merci, dass Hien eis de Wee gewisen huet.
An nach engem anere Gebiet liese mir, dass kee vun allen, déi am Himmel oder op der Äerd sinn, Gottes Wëlle
widderstoe kënnen. ... Dass Hien zënter aller Eiwegkeet iwwer déi ganz Schëpfung herrscht an iwwer alles wat
erschaf ass. Souwäit e klengen Abléck an d’Bahâ’i Gebieder, vun deenen elo schonn eng ganz Partie op
Lëtzebuergesch iwwersat sinn.
317 D’Muecht vun de Wierder entdecken - E Bucli fir Jugendlech vu 15 Joer, Deel 1/2
317t Sendung, den 23ten a 24te Juni 2006. Léif Radio Ara Nolauschterer. Ech si frou iech haut kënnen dat zweet
vun dräi Bicher fir Jugendlech virzestellen, Entdeck d’Muecht vun de Wierder, an dat vun der Ruhi Fondatioun a
Kolumbien. Dëst Buch gëtt zënter kuerzem zu Lëtzebuerg vun der ASBL Moments de Sérénité offréiert. Et ass dat
eng flott Méiglechkeet sech kënne besser am Franséischen oder am Däitschen auszedrécken. Wann s du ëm déi 15
Joer hues an elo nolauschters, an du wëlls besser franséisch schwätzen, an dat op eng flott an interessant Manéier,
da mell dech bei mir oder um Radio ARA. Dat gëllt och fir franséisch Proffen, déi méi wëllen doriwwer wëssen.
Meng Nummer ass den 091 334210 oder um Radio den 22 22 89.
Hei e puer interessant Punkten an der Aféierung vum Buch.
Et kann een dovun ausgoen, dass e jonke Mënsch mat 15 Joer räif ass. Zu dësem Zäitpunkt soll hien dann och
geeschteg a moralesch Verflichtungen anhalen. Dat ass awer vläicht e bëssen onrealistesch an enger Gesellschaft,
wou d’Phase vun der Kandheet an d’Längt gezu gëtt; an enger Gesellschaft, wou ee spilleresch Astellunge
veréiwege wëll. Et ass awer och eng Tatsaach, dass e groussen Deel vun der Mënschheet ënnert schwéiere
Bedingunge lieft, an dass een do dacks scho mat 15 Joer wichteg Aufgaben iwwerhuele muss. Dofir hunn déi Joere
virum 15te Gebuertsdag eng ganz besonnesch Bedeitung. An dëser Zäit gi fundamental Virstellungen iwwer dat
individuelt a gemeinsamt Liewen an de Käpp vu Jugendleche gebilt; Jugendlech, déi sech beméien, kannerech
Gewunnechten lasszeginn. An dësem Alter hu si vill ze soen a wann ee si wéi Kanner behandelt, hëlt een hinnen
d’Méiglechkeet, hinne bei der Entwécklung vun enger eegestänneger Identitéit ze hëllefen.
Säit senger Grënnung beméit sech d’Ruhi Institut, speziell Programmer fir dës Altersgrupp auszeschaffen an huet
iwwer vill Joeren dëst Buch an engem Prozess vun Handelen an Nodenken entwéckelt. Et geet drëm, deene jonke
1 Gebete, Lob und Dank, Nr4, Bahâ ’i Verlag, 1984
2 ibid, S.34
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-236 -
Kärelen déi éischt Elementer ze ginn, fir dass si d’Komplexitéit vum Liewe bewältege kënnen. Et ass geduecht fir
Jugendlech déi souwuel um Land wunne wéi och an de Stied.
Do wou d’Liewe schwéier ass hunn déi Jugendlech aus éischter Hand d’Erfarung mam Liewe gemaach a sinn
doduerch besonnesch gewuess. Si kënne méi laang konzentréiert bei enger Saach sinn a si kënne sech un den
einfache Saache vum Liewe erfreeën. Si sinn awer och kapabel, déif nozedenken.
Et geet am Buch drëm, Fäegkeeten ze entwéckeln, a virun allem dass dee jonke Mënsch sech kann ausdrécken. Et
gëtt dofir a ville Länner an Alphabetiséierungsprogrammer benotzt. D’Texter selwer hëllefen, moralesch
Konsequenze vu Wierder an Doten ze erkennen. D’Texter fänken einfach un a gi lues a lues méi komplex, souwuel
d’Gedanke wéi och d’Sprooch.
D’Membere vum Grupp déi sech entscheede matzemaachen solle sech als Kollege gesinn. Si kommen zesumme fir
e bestëmmtent Zil ze erreechen. Et ginn awer keng Hausaufgaben. Diskussioune ginn duerch gezilte Froen
encouragéiert. D’Buch huet nonzéng Lektiounen, all Kéier mat engem bestëmmten Thema, engem passenden Zitat,
mat enger Aktivitéit iwwer den Text, enger Diskussioun an e puer Übungen iwwer d’Veständnes.
Kucke mir eis kuerz déi éischt Lektioun un. Erzielt gëtt d’Geschicht vun engem Jugendlechen an engem Duerf.
D’Awunner schaffen zesumme fir dass bei hinnen am Duerf Freed a Gléck ass. An dëst Duerf, wat Alegria heescht,
kënnt enges Dags en Enseignant, deen den Awunner proposéiert, dass d’Duerf eng Mustergemeng ka ginn, an där
materielle wéi och geeschtege Fortschrëtt erreecht ka ginn. Am Mëttelpunkt ass den Diego, e jonke Kärel, dee scho
vill geléiert huet an dee matschaffe wëllt, och wann hien nach net ganz versteet, wat da genee materiellen a
geeschtege Fortschrëtt bedeit. An eiser nächster Emissioun gesi mir wéi d’Geschicht sech weiderentwéckelt a wéi
déi éischt Jugendgrupp am Duerf entsteet.
318 D’Muecht vun de Wierder entdecken - E Buch fir Jugendlech vu 15 Joer, Deel 2/2
318t Sendung, den 30te Juni an lte Juli 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, an eiser leschter Emissioun hate mir
kuerz iwwer en neit Buch geschwat: Entdeck d'Muecht vun de Wierder, e Material fir Jugendlech vu 15 Joer, dat
hinnen hëlleft sech besser am Franséischen auszedrécken. Natierlech gëtt et dëst Material och op Däitsch. Déi
Jugendlech solle sech méi bewosst ginn, dass dat wat se soe wichteg ass an en Afloss op si selwer an anerer huet.
Hei elo e puer Deeler aus dësem fir eis ganz neie Material, dat fir Fofzéngjäreger geduecht ass, déi sech zesummen
an enger Grupp treffen, fir eemol d'Woch zesummen ze léieren a Spass hunn.
Bei deem éischten Treffe liesen déi Jugendlech, wéi am Duerf Alegria, sou eng Jugendgrupp entsteet, dass dës
Grupp fir d’Eenheet schafft an dass all Jugendleche matmaache kann. Déi éischt Fro, déi sech stellt ass déi hei:
« Wat maache mir dann eigentlech hei zesummen ? » Wat si wëssen ass dass si duerch d’Zesummenaarbecht an
d’Léiermaterial am Buch hir Sprooch emol verbesseren. Dat soll awer duerch konkret Aktiounen an der Grupp an
an der Uerstschaft geschéien. Et geet net nëmme fir d’Sprooch ze léieren, mee et geet och drëm iwwer Saachen ze
schwätzen, déi fir Jugendlech vu 15 Joer wichteg sinn.
Aus den Diskussioune geet erfir, dass si gären aneren hëllefen an e puer nëtzlech Saache fir hir Zukunft léiere
wëllen. Geleet gëtt d’Grupp vum Elisa, dat schonn e bësse méi al ass, a wat d’Material scho gutt kennt.
Virtrefflechkeet ass ee Wuert, iwwer dat si sech ënnerhalen. A si maache sech Gedanken iwwer dëse Sproch:
« Loosst all Moie besser sinn, wéi den Dag virdrun an all neien Dag méi räich wéi dee viregen. »
En anert neit Wuert, wat si deen Dag léieren ass d’Verb : analiséieren, eppes zerleeën, fir ze entdecken wat sech dra
verstoppt. Vun elo u versichen déi Jugendlech dann och, bei all Treffen eppes Wichteges ze analiséieren.
Elo kënnt dann en Deel wou duerch Spiller verschidde Konzepter bildlech verschafft ginn. Et ass e Spill mat
Buchstawen an et ass am einfachsten dat eng Kéier ze spillen wéi et wëllen hei um Radio ze erklären. Ech
probéieren et awer ganz kuerz. Jiddereen an der Grupp kritt ee grousse Buchstaf an d’Grupp muss sech da sou
stellen dass déi eenzel Buchstawen e Wuert maachen. Dat éischt Wuert wat dobäi erauskënnt ass d’Wuert Frënd.
D’Elisa erkläert dann no enger Zäit: « Eenzel ass jidderee vun iech nëmme wéi e Buchstaf. Wann dir awer an der
Grupp zesummekommt, fannt dir Kollegen an dir léiert eppes zesummen. Dir bleift dann net méi einfach e Buchstaf
mee dir gitt wéi Wierder. A Wierder hunn eng Bedeitung an dir hutt vill wichteg Saachen ze soen ».
Dësen Deel gëtt da mat dësem Zitat ofgeschloss : « Siddfrou mat de Mënschen, a bedeelegt iech un hirem Leed.
Gehéiert zu deenen, déi Fridde stëften. Offréiert är Frëndschaft a sidd vertrauenswierdeg. Sidd eng Salef fir all
Wonn, e Medikamentfir all Iwwel. Bréngt d’Séilen zesummen. ... Biet zu ärem Här, erhieft iech aféiert d’Mënschen
op dem richtege Wee. ... »
Duerno huelen déi Jugendlech hiert Buch a maachen e puer Spiller mat Wierder. Si kréien néng Wierder, wou
d’Buchstawen duerchemee sinn. Si mussen d’Wierder fannen.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 237 -
Duerno léieren si dat Wuert Awunner, eng Persoun, déi an enger Uertschaft lieft. Si sollen d’Nimm vun dräi
Awunner aus hirem Duerf opschreiwen.
Dat nächst Wuert wat si deen Dag léieren heescht: tatkräfteg, voller Energie sinn. En tatkräftege Mënsch ass net
faul, mee wakreg a bereet, neies ze maachen. Wien ass deen tatkräftegste Mënsch deen s du kenns ?
Zum Enn vun dësem éischte Jugendtreffen léieren si dat Wuert: erzielen, eppes erreechen. Si sollen e puer Zeilen
iwwer déi Ziler schreiwen, déi si gär géingen als Jugendgrupp erreechen.
Wann s du dech fir sou eppes interesséiers oder einfach méi driwwer wësse wëlls, oder wann dir e Jugendlechen
hutt, deen domat vläicht eppes ufänke kann, da mellt iech bei der ASBL Moments de sérénité, déi dës Formatiounen
hei zu Lëtzebuerg offréiert. Rufft um Radio ARA un, dat ass den 222289 oder direkt bei mir um 091334210.
319 Neiegkeeten - Wëssenschaft a Relioun
319t Sendung, de 7ten an 8te Juli 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, d’lescht Woch zu Moskau krut e russesche
Professer eng Auszeechnung fir seng Contributioun iwwer den Dialog tëschent der Wëssenschaft an der
Spiritualitéit. 1 Fir den Dr. Gudrat Seyfi, spillt de Glawen eng Haaptroll a sengem Verständnes vun der
Wëssenschaft. „Fir mech fënnt een am Glawen eng Wäisheet déi Ântwerte gëtt op Froen, fir déi d’Wëssenschaft
nach keng Antwerte fonnt huet, “ erkläert hien. „De Prinzipp vum Zesummespill tëschent Wëssenschaft a Relioun
gëtt dem Wëssenschafter d’Méiglechkeet eng besser Kenntniss an e bessert Verständnes vun der Welt als e Ganzt ze
hunn. “
Et ass de wëssenschaftleche Rot vun der russescher Akademie vun de Naturwëssenschaften, déi dem Dr. Seyfi seng
kreatif an innovativ Approche unerkannt hunn. Eng Approche déi versicht d’Wëssenschaften aus enger spiritueller
Perspektiv ze gesinn. Dës Approche, déi soss als radikal ugesi war, aus haut ëmmer méi ausgebreet a vertrueden.
„ Wëssenschaftler hu verschidden Approchen “, erkläert den Dr. Seyfi, Sous-Direkter vum wëssenschaftlechen
Zenter Eurasia. „Eng extrem Approche ass déi ze soen dass de Glawe wëssenschaftlech Erkenntnis hämmt well
Glawe blann mécht. Aner denken dass Wëssenschaft a Relioun sech musse getrennt entwécklen an dass de Glawen
eng rengperséinlech Affär ass. Mee hautdesdags ännert dësen Trend sech lues a lues. Wëssenschaftler fänken un,
méi a méi ze denken dass dëse Sujet ganz subtil ass an dass et keng kloer Äntwert gëtt. “
Den Dr. Seyfi, dee Member vun der Bahâ’i Gemeng zu Moskau ass, beschreift seng eegen Approche vun der
Wëssenschaft als eng déi ganz déif zesummenhänkt mat sengem Verständnes vun der geeschteger Evolutioun vun
der Mënschheet.
Ausserhalb vun der organescher Interrelatioun vun der Wëssenschaft an der Relioun ass et kaum méiglech fir e
Mënsch, verschidde fündamental Froen ze verstoen. Wat ass d’Plaz vum Mënsch an der Welt? Wat ass seng
Haltung par rapport zur Natur? Wat ass seng Attitude par rapport zu sengem Nächsten? Fir nëmmen e puer Froen ze
stellen.
Bahâ’u'llâh seet, dass d’Wëssenschaft an d’Relioun wéi zwee Flilleke vun engem Vugel sinn an dass ouni eng
Interaktioun tëschent dësen zwee, d’Verständnes vun der Welt net méiglech ass.
Wëssenschaft a Relioun ergänze sech an hänken ee vun deem aneren of. Et ass wichteg dass mir eng Kultur vun
Dialog tëschent de Relioune schafen, fir dass mir erkennen, dass all Relioun vun enger eenzeger Quell kënnt an dass
si all an hirer Natur progressiv sinn.
Obwuel et an der Welt schwéier a komplex Prozesser ginn, wann ee sech d’Zukunft virstellt, kann een dru gleewen
dass d’Mënschheet hir geeschteg Kris iwwerstoe wäert an dass d’Mënschheet e bessert Verständnes wäert kréien
iwwer d’Relioune vun der Welt, reliéis Leaderen a Regierungen an dat fir dass d’Mënschheet sech op eisem klenge
Planéit verbessert.
Den Dr. Seyfi seet dass “dat wesentlechst Konzept vu Bahâ ’u'llâh ass, dass mir Friichte vun engem Bam sinn, an
dëst Konzept klappt un d ’lläerz a Séil vun all Mënsch. A mengem Liewe versichen ech dës Iddi un d’Gewësse vun
de Leit ze bréngen. ”
1 http://news. bahai. org/story/458
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 238 -
320 Neiegkeeten aus Egypten
320t Emissioun, 14ten a 15te Juli 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, wëllkomm bei eiser 320ter Bahâ’i
Emissioun. Reliéis Fräiheet sou wéi mir se bei eis am Land kennen ass net d’Norm a villen anere Länner. Egypten
ass e Land, wat offiziell nëmmen dës Reliounen unerkennt: Den Islam, d’Crëschtentum an d’Juddentum. 1 .
A wat am Moment an Egypte geschitt, gëtt weltwäit verfollegt, an dat vun Organisatiounen, déi sech fir d’reliéis
Fräiheet asetzen. Hei elo kuerz wat geschitt ass.
Wann dir an Egypten wunnt, an dir wëllt offiziell Pabeieren, wéi zum Beispill en Ausweis, gitt dir gefrot wat är
Relioun ass. Bis elo war et ëmmer esou dass et net méiglech war, sech als Bahâ’i unzeginn. Wann ee Molsem,
Chrëscht oder Judd droppschreift da war et an der Rei. Viru kuerzem awer ass eng egyptesch Bahâ’l Koppel op
d’Geriicht gaangen. Am Abrëll huet dann d’Geriicht beschloss, dass hir Relioun op offizielle Pabeiere, wéi zum
Beispill de Pass oder de Gebuertsakt, ouni déi een iwweregens bal keng Biergerrechter méi huet, dass op dëse
Pabeieren hir Relioun net méi falsch soll deklaréiert ginn. Ënnert dem Drock vu konservative Kräfte vun der
egyptescher Gesellschaft gouf d’Urteel vun der Regierung bestridden a virun dat héchst Verwaltungsgeriicht
bruecht.
Dëst éischt Uerteel an d’Revisoun ass an Egypten an an der arabescher Welt vun de Medien opgegraff ginn, well
déi domat verbonnen Implikatiounen sech net nëmmen op déi betraffe Bahâ’i auswierken, méi vill méi wäiträichent
sinn. Sou sot den Hossam Bahgat, Virsëtzende vun der egyptescher Biergerrechtsinitiativ, eng onofhängeg
egyptesch Mënscherechtsorganisatioun. Dëst ass e Präzedenzfall am Bezuch op Staatsbiergerschaft,
Gläichberechtegung a Reliounsfräiheet. Wéi de véierten Abrëll e Geriicht der Bahâ’i Koppel Recht gesprach huet,
gouf et eng grouss Opreegung bei Deeler vun der Gesellschaft, virun allem der A1 Azhar Universitéit an déi
muslemesch Bridderschaft, déi géint iergendwellech Unerkennung vum Bahâ’i Glawen als reliéis Iwwerzeegung
sinn. Dës Reaktioun huet eng rieseg Debatt an den Zeitungen ausgeléist, iwwer Reliouns- a Glawensfräiheet an der
arabescher Welt. Et ginn ebe Mënschen, déi d’Bahâ’l ënnerstëtzen an déi, déi an de Bahâ’i eng Gefor fir déi
islamesch Gesellschaft gesinn.
Elo ass et esou, dass d’Regierung hiren Asproch, hir Revisioun géint dëst Uerteel vum Geriicht gemaach huet. Dat
héchst Verwaltungsgeriicht huet elo de 16te September festgeluecht, fir d’Klo vun der Regierung ze héieren.
D’Bahâ’l, déi an dësem Prozess vertruede ginn, wéi och déi ganz egyptesch Bahâ’i Gemeng wëllen nëmmen déi
gläich Rechter, wéi och aner egyptescher Bierger se hunn. An dësem Prozess geet et ëm d’Recht, dass
d’Reliounszougehéieregkeet an offiziellen Dokumenter net falsch ugi gëtt. Fir d’Bahâ’i ass et net nëmmen eng
Ligen, mee domat gëtt engem och d’Recht geholl, zu sengem Glawen ze stoen.
Et geet och net drëm, dass déi egyptesch Regierung oder soss iergend een en aneren dozou zwénge wëll, unze
erkennen, dass de Bahâ’i Glawen e gëttlechen Ursprong huet. Et geet vill méi dorëm, dass d’Bahâ’i, wéi all aner
egyptesch Bierger, vum Gesetz hir dozou verflicht sinn, Pabeieren ze erwerben, déi vun der Regierung ausgestallt
ginn. Ouni dës Pabeiere dierfen egyptesch Bahâ’i net offiziell beschäftegt ginn, si hu keen Accès zur Schoul oder
soss iergendenger Formatioun, si kréie keng medezinesch Versuergung a si duerfen hire Wunnuert net wiesselen.
Fir d’Bahâ’i geet et einfach drëm, hiert Liewen duerfen a Rou ze liewen.
Ass et net erstaunlech, wéi eng u sech harmloos geriichtlech Affär sou enorm Proportiounen ugeholl huet. Mir
wäerten iech um Laafende vun dëser Affär halen. Affaire â suivre.
Ofschléissend dëse Gedanke vu Bahâ'u'llâh: „Loosst äre Bléck allëmfaassend sinn, amplaz dass dir en op iech
selwer beschränkt. ... “ 2
321 Zeit für Geist: Gedanke fir eng friddlech Welt
Léif Radio ARA Nolauschterer, wëllkomm bei eiser 321ter Bahâ’i Emissioun. Zeitfür Geist ass eng Zäitschrëft, déi
véiermol d’Joer zu Lëtzebuerg gedréckt gëtt an déi u méi wéi 3000 Haushalter geschéckt gëtt. D’Thema vun der
Mäerz Editioun befaasst sech mam Glawen an dem opgekläerte Mënsch. Si ass op Däitsch an d’Motto vun der
Zäitschrëft ass: Gedanke fir eng besser Welt. D’Editeure sinn Dr. Farah Dustdar, de Farzin Dustdar, den Heng Ries,
de Payam Arzani an de Claude Wiltgen.
Eng am Fong verännert Welt verlaangt an alle Beräicher vum Liewen en neit Denken a verlaangt dass mir och op
eng nei Manéier agéieren. D’Zäitschrëft Zeit fiir Geist, inspiréiert vun de Bahâ’i Schrëften, setzt sech mat aktuellen
Zäitfroen ausernaner. Si wëllt op dës Manéier an duerch Gedankenimpulser mathëllefen d’Entwécklung zu enger
friddlecher Welt ze fërderen.
1 www.bahai.org/persecution/egypt
2 Ährenlese, 43:5
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 239 -
Fir unzefänken, dësen Text aus de Bahâ’i Schrëften: „ Weit alles, wat iech als Relioun duergeluecht gëtt, suergfälteg
op der Wo vun der Vernonft an der Wëssenschaft. ... Wann et d’Proufbesteet, dann huelt et un, dann ass et
d’Wourecht. Stëmmt et awer net domat iwwereneen, da weist et zréck, dann ass et Onwëssenheet.
Folgend Gedanke fënnt een deelweis am Editorial vun der Zäitschrëft: Et héiert ee vill Leit, déi iwwer de Verfall
vun der ëffentlecher Moral kloen. Mir liewen an engem Vakuum vu Wäerter, an dëse Vakuum hëlt stänneg zou. Zu
gläicher Zäit wiisst de Wonsch sech nees zréckzebesënnen op moralesch Wäerter. Mir sichen dach iergendwéi no
geeschtege Prinzipien, Reegelen déi eis hëllefen, an enger Welt déi sech séier verännert, enger Welt déi onsécher
ass. An an esou enger Welt ass et grad néideg, Halt an Orientéierung ze fannen. Wäerter sinn awer net nëmmen
individuell Moossstief. Wäerter solle fir jiddere gëllen. Wäerter sollen d’Zesummeliewe vum Mënsch mat
géigemsäitege Vertrauen, Wäermt a Sënn erfëllen. Et ass eréischt wa mir mat anere Mënschen zesummesinn, dass
mir zum Mënsch ginn. Mir sinn een op deen aneren ugewisen, op mir et wëllen oder net. Eis Liewensëmstänn sinn
de Moment amgaang, sech grondleeënd ze veränneren. Sou wéi d’Opklärung an d’Industrialiséierung am 18ten an
19te Jorhonnert zum Broch mat der Traditioun an zur Ëmwäertung vun alle Wäerter geféiert hunn, genee sou
fuerdert eis déi haiteg Globaliséierung an déi doduerch entstane sozial Kris. Mir mussen den ale Katalog mat eise
Wäerter nei formuléieren fir en an e modernt Liewenskonzept ze integréieren.
Mir sinn eis bewosst, dass e verstännege Glawen an eng zäitgeméiss Reliéisitéit, als Begrënnungsquell vun de
moralesche Wäerter, méiglech an onëmgänglech sinn. An dofir geet et an dëser Editioun ëm d’Verhältnis vum
Glawen an der Vemonft.
Säit Enn vum 20te Jorhonnert erlieft d’Relioun weltwäit eng Renaissance. De Wonsch vum Eenzelnen no
spirituellen Erfahmngen hëlt zou. An dat ëffentlecht Interessi fir d’Thema gesäit ee kloer an de Medien an och a
populären Zeitungen. Déi modem westlech Kultur ass awer duerch de Begrëff Säkularisatioun oder Verweltlechung
geprägt. Domat ass vimn allem den Autoritéits- a Bedeitungsverloscht vun de reliéisen Institutioune gemengt.
Glawen ass elo eng Privatsaach. An der Gesellschaft ass den Ausdrock dovuner eng Individualiséierung bis hin zu
deem, wou de Mënsch eleng ass, mat manner oder ouni Bezéiungen an ouni verbindlech Normen. Et weess een
einfach net méi u wat een sech hale kann. Méi doriwwer an eiser nächster Emissioun d’nächst Woch. Fir e gratist
Abonnement fir d’Zeitschrëft Zeit für Geist, mfft mir elo un um Radio ARA, 222289, oder bei mir direkt um 091
334210.
Ofschléissend dëse Gedanke vun 'Abdu’l-Bahâ : „Ënner Glawe versteet ee fir d’éischt e bewosst Wëssen, duerno
d’Maache vu gudden Doten
322 Neiegkeeten - Haifa a Libanon
Léif Radio ARA Nolauschterer, dëser Deeg hutt dir sécher matkritt, wat sech an Israel an am Libanon alles deet. Et
ass Krich. A mir kréie ganz vill dovunner op der Tëlee mat. All Dag gesäit ee Joumalisten an Nordisrael, ganz
dacks zu Haifa, fir ze berichten, wat geschitt. Haifa, drëttgréisste Stad an Israel, mat engem groussen Hafen, läit um
Bierg Karmel. An de Bierg Karmel ass de Weltsëtz vum Bahâ’i Glawen, mat senge wonnerschéine Gäert, déi sech
de ganze Bierg erop strecken. An zu Haifa sinn ëm déi 700 Bahâ’i aus der ganzer Welt, déi am Weltzentmm täteg
sinn. Et si Gäertner, Comptablen, Botzpersonal, Handwierker, Informatiker, déi am administrativen a geeschtege
Bahâ’i Weltzentmm hiren Déngscht maachen, natierlech fräiwëlleg. An et komme reegelméisseg Bahâ’i aus aller
Welt op Haifa. Si verbréngen néng Deeg, ewech vun hirem sécher hekteschen Alldag, fir hirem Glawe méi no ze
kommen, fir an de Foussspuere vun der Geschicht ze trëppelen, fir nei Kraaft ze schëpfen, an de Mausolë vum
Begrënner vum Bahâ’i Glawen, Bahâ’u’llâh an hirem Virleefer, de Bâb.
Mee dëser Deeg ass dat sécher net esou einfach, wann d’Stad Haifa reegelméisseg vun Hezbollah Rackéiten
ugegraff gëtt, wa Leit stierwen, wann d’Stad an der Angscht vun de Rackéite lieft.
Et ass kloer dass d’Bahâ’i sech net an d’Politik vum Land amëschen, oder dass si elo direkt Stellung zu dëser Krisis
géifen huelen. D’Bahâ’i hunn eng Visioun, déi doriwwer eraus geet. Si sinn amgaang, eng nei Gesellschaft
opzebauen, an dat vum Fong un, a mat Hëllef vu véier groussen Aktivitéiten: d’moralesch Erzéiung vun de Kanner
a Jugendlechen, Studiekreesser fir Erzéiung a Formatioun, Gebiets- a Meditatiounsréuniounen fir d’ganz Gemeng a
sozial an ekonomesch Entwécklungsprojeten.
Haifa ass nëmme 40km wäit ewech vun der libanesescher Grenz, an dosende vun Hezbullah Rackéiten explodéieren
dëser Deeg an dëser soss roueger a friddlecher Hafestad. Aacht Zuchaarbechter sinn dowéinst ëm d’Liewe komm.
Vun offizieller Bahâ’i Säit gëtt et wéi gesot am Moment kee Komentar zu der ganz kritescher Lag hei an Israel an
am Libanon, wou et iwweregens och eng kleng Bahâ’i Gemeng gëtt. De Message vun de Bahâ’i ass ee vu Fridden
an Eenheet fir d’Mënschen alleguer op der Welt.
1 'Abdu ’l-Bahâ, Ansprachen in Paris, Hofheim 1973, S.84, Ansprache von 12. Nov. 1911
2 Ährenlese, 43:5
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 240 -
Et kënnt dacks flr dass d’Sirene vun der Stad d’Awunner an d’Touriste wamen an das si sech an engem
bommeséchere Schutz ënnerbréngen. Wat am Moment am mëttleren Orient passéiert ass en anert Zeeche vun
engem Prozess, dee sech lues a lues entfaalt. E Prozess vun Integratioun an Desintegratioun. E Prozess wou an der
Welt um Fridde geschafft gëtt, wou ee positiv Aktioune fënnt, an en anere Prozess, e Prozess, deen a sech
zerstéierech ass, do wou Krich, Haass a Muecht d’Iwwerhand huelen.
D’Bahâ’i sinn net déi eenzeg, déi ganz bewosst amgaang sinn, un dësem friddleche Prozess ze schaffen. Bahâ’i sinn
heescht eben och, un engem Prozess matzeschaffen, eng besser Welt ze schafen, matzehëllefen, eng Visioun vu
Fridden an Eenheet an der Verschiddenheet duerch konkret Aktiounen an d’Realitéit ëmzesetzen. An dat geet net
aleng. Dofir gi Käpp an Hänn a Féiss gebraucht. Bahâ’i sinn a Bahâ’i ginn heescht Fridde mat sech selwer fannen
an um Fridden an der Welt ze schaffen, Fridden an der Famill, op der Aarbecht, mat senge Frënn, a senger
Uertschaft, a sengem Land. Et heescht Fridde schafen, iwwerall do wou mer sinn a mat jidderengem mat deem mir
a Kontakt kommen. An d’Vakanzenzäit ass ideal fir nei Leit an nei Plaze kennenzeléieren.
Ofschléissend dëse Gedanke vun 'Abdu’l-Bahâ, 1911 zu Paräis: „Durch alle Zeitalter hindurch sehen wir die
Oberfläche der Erde von Blut befleckt. Doch nun ist ein Strahl eines größeren Lichtes erschienen, das menschliche
Erkenntnisvermögen ist größer, die Geistigkeit hat zu wachsen begonnen, und es kommt gewiss eine Zeit, da die
Religionen der Welt miteinander in Frieden sein werden. Lassen wir ab von dem mißtönenden Streit um äußere
Formen und schließen wir uns zusammen, um die göttliche Sache der Einheit voranzutreiben, bis die ganze
Menschheit weiß, dass sie 'eine in Liebe vereinte Familie' ist!“ 1
323 Déi offiziell Bahâ’I Internetsäit
Léif Radio ARA Nolauschterer, et ass mir eng Freed iech haut déi offiziell Bahâ’i Internetsäit kuerz virzestellen.
Dir fannt se ënnert www.bahai.org Si ass op Englesch, Franséisch, Spuenesch, Portugisesch, Persesch oder
Arabesch. Natierlech ginn et fir all Land national Bahâ’i Internetsäiten, déi de Bahâ’i Glawe kuerz presentéieren, op
hir eege Manéier. Dacks fënnt een och e kuerzen Historique, also wéi de Glawe sech an deem Land entwéckelt huet.
Ech sinn hei och frou iech kënnen ze soen, dass déi offiziell lëtzebuerger Intemetsäit nei gemaach gouf, a ganz flott
ass. Dir fannt se ënnert www.bahai.lu Komme mer elo nees zréck zu der offizieller internationaler Bahâ’f
Intemetsäit. D’Kraaft vun der Eenheet ass den Titel. Bis elo huet d’Mënschheet alles probéiert, ausser d’Eenheet.
D’Eenheet hunn d’Mënschen nach net probéiert. Aner Saache koume bis elo ëmmer fir d’éischt: Wéi enger Rass
een ugehéiert, zu wéi enger sozialer Klass ee gehéiert an zu wéi enger Relioun ee gehéiert. De Käer vum Message
vu Bahâ'u'llâh ass säin Usproch dass Eenheet alles kann änneren. Bahâ'u'llâh seet dass ee mat Eenheet alles kann
änneren. An iwwerall uechter d’Welt fänken d’Bahâ’i un ze schätzen, wat Hien domat gemengt huet. An dir sidd
invitéiert dat mat eis ze entdecken. Bahâ'u'llâh schreift: „ Sou staark ass d'Liicht vun der Eenheet, dass si d'ganz
Âerd erliichte kann. “ 2
Niewent dem Titel vun der Säit fënnt een aktuell Informatiounen, wéi zum Beispill d’Suerg ëm d’Situatioun vun de
Bahâ’i am Iran, eng Gemeng ënner Beschoss. D’Situatioun vun de Bahâ’i an Egypten, déi aktuell Lag an
d’Geschicht vun dëser Bahâ’i Gemeng.
En aneren Deel vun der Internetsäit äntwert op dacksgestallte Froen: Wat ass de Bahâ’i Glawen? Wien ass
Bahâ'u'llâh? Wéi ginn ech Bahâ’i? Wéi ass d’Bahâ’i Gemeng organiséiert? Wat ass d’Bahâ’i Konzept vun der
Aarbecht? An nach méi Froen, déi een dann op enger anerer Säit fënnt.
Op dër éischter Säit fënnt een och Stéchwierder déi dann zu weidere Säite féieren: Bahâ'u'llâh, Säi Liewen a Seng
Missioun, Seng Léieren, Seng Schrëften. Den Eenzelnen, d’Famill an d’Gesellschaft. Hochzäit a Famill, D ’Liewen
an der Gemeng, Kanner a Jugendlech. Eng global Visioun, Fridden an eng global Zivilisatioun, Gouvernance,
Wuelstand. Wat d ’Bahâ ’i gleewen a wéi si hire Glawe praktizéieren. D ’Konzept vu Gott, eis geeschteg Natur,
d’Eenheet vun der Relioun. Sozial Léieren, Ethik a Moralitéit, Eenheet, Egalitéit. De Bahâ ’I Glawen an aner
Reliounen, déi progressif Natur vun der Relioun.
Niewent der aktueller Lag vun de Bahâ’i uechter d’Welt déi dacks schwéier ass, fënnt een déi erfreelech
Neiegkeeten, déi d’Bahâ’i uechter d’Welt maachen: Am Moment liest een op der Säit dass zu Tonga, eng Bahâ’i
inspiréiert Schoul hier zéng Joer feiert; dass zu Macau, d’Schoul vun den Natioune vun der Regierung e Stéck Land
kmt fir hir Schoul auszebauen.
An da gëtt een Artikel méi am Fong presentéiert. Am Moment ass et en Artikel iwwer moralesch Entwécklung.
Dësen Artikel beschreift fënnef Bahâ’i initéiert Erzéiungsprogrammer uechter d’Welt.
1 Abdu'l-Baha, Ansprachen in Paris
2 Bahâ'u'llâh, Ahrenlese 132:3
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-241 -
An zum Schluss fënnt een op dëser offizieller intemationaler Bahâ’i Intemetsäit eng Rei vun interessante Liene fir
wieder Informatiounen iwwer de Bahâ’i Glawen, wéi zum Beispill offiziell Positiounen zu verschidde weltwäite
Problemer. An eng Lëscht mat Bahâ’i Intemetsäiten uechter d’Welt. Vill Freed beim Surfen, bei dësem waarme
waarme Wierder, um www.bahai.org .
324 Zeit für Geist: Nei Äntwerten op al Froen
Léif Radio ARA Nolauschterer, wëllkomm bei eiser 324ter Bahâ’i Emissioun.
Déi al Fro nom Sënn vum Liewe beschäftegt d’Mënsche vum postindustriellen Zäitalter sou vill wéi kaum eng aner.
Wat kann eis haut Halt ginn, wie kann eis Orientéierung ginn? Déi jonk Generatioun sicht nei Äntwerten, déi si
weder am Dogmatismus vun den ale Relioune fanne kann nach am Existentialismus a philophesch formuléierte
Matrialismus, déi alleguer op hir Aart a Weis Froen no engem iwwergeuerdnete Liewenssënn verneinen. 1
Nom griichesche Philosoph Aristoteles soll de Mënsch duerch sittlecht a korrekt Handeln zum „gudde“ Liewe
kommen. Eng eenheetlech Opfaassung vum „gudde Liewen“ ass awer duerch den Individualismus vun haut
verluere gaang. Jiddereen huet elo d’Fräiheet, sech vun der Traditioun, a sech vu Konventioune fräizemaachen. Net
all Mënsch bréngt et fäerdeg mat dëse Fräiheeten ëmzegoen. D’Virstellung, et misst een alles aus eegener Kraaft
schafen, bréngt en onheemleche Leechtungs- an Erwaardungsdrock mat sech.
Haltlosegkeet féiert dacks zu Veronsécherung a féiert zu Ängschten. Fir dëst Dilemma ze verhënneren, gëtt an de
Bahâ’i Schrëften eng Synthese vu Wäerter geschaf. Dat heescht eng Zesummestellung vu Wäerter, déi familiär,
sozial a global Bindunge stäerken, a Wäerter, déi individuell Onofhängegkeet an Eegeverantwortung fërderen.
Firwat gleewen d’Mënschen? D’Wëssenschaftler befaasse sech an de leschte Jorzéngte vill méi mat reliéisen
Themen, well se feststellen, dass mir dem Glawe néierens entkommen - souguer an der Wëssenschaft. Si ginn awer
zou, dass d’Wëssenschaft a spirituelle Froen op Grënze stéisst, déi se net kënnen iwwerschreiden. Am Moment
erliewe mir vill wëssenschaftlech Bicher an Artikelen, déi beleeën, dass d’Spiritualitéit eng gutt Wierkung op
d’Gesondheet huet. Mënschen déi reegelméisseg an de Gottesdéngscht ginn, leide manner un Häerzkrankheeten,
hunn en niddrege Bluttdrock a liewe bis zu siwwe Joer méi laang wéi Leit, déi net gleewen, sou behaapte munch
Gehirfuerscher. 2
Souguer d’Wierkung vum Biede léisst sech anscheinend noweisen. De gleewege Mënsch erlieft zwar dat selwecht
Erof an Erop am Liewen sou wéi all aneren, hien interpretéiert et awer ganz anescht. Glafwierdegkeet kréie sou
Studien dacks duerch de Fait dass si vu renoméierten Institutioune kommen an dass si a gudde Fachzäitschrëfte
gedréckt ginn.
D’Wëssenschaft wäert eis no a no méi Asiichte liwweren, mee de Glawen huet vill méi en déiwere Sënn wéi dass en
nëmme gutt fir d’Gesondheet ass. D’Gehirforschung weist eis zwar haut, das de Mënsch seng Wierklechkeet a
gewësser Weis selwer baue muss, si kann awer net erklären, wéi een dat maache soll. D’Wëssenschaft gëtt keng
Äntwerten op d’Grondfroe vum Liewen. Vu wou kommen ech, wuer ginn ech, a firwat ass alles dat gutt?
D’Fuerscher ginn zou dass déi reliéis Léier nach weiderhin onentbierlech ass, fir dëst Laach opzefëllen.
Reliéis Erzéiung soll der Bahâ’i Opfaassung no zum geeschtege Fortschrëtt a Wuel vum Mënsche bäidroen. An
dësem Sënn schreift Bahâ'u'llâh: „D’Offenbaning vun all himmleschem Buch,jo all Vers, dee vu Gott geoffenbaart
gouf läit d’Absicht zugronn, all Mënsche Rechstschaffenheet a Verstand ze ginn, fir dass Fridden a Rou fest ënnert
hinnen enstoe wäert. Wat och ëmmer den Häerze vun de Mënschen Zouversiicht afléisst, wat och ëmmer hir Stuf
erhéicht oder hir Zefriddenheetfërdert, ass viru Gott akzeptabel. ... “
325 Terrorismus, international Bahä’I Neiegkeeten
Léif Radio ARA Nolauschterer, wëllkomm bei eiser 325ter Bahâ’i Emissioun. D’Erausfuerderungen, déi den
Terrorismus de Regierungen an d’Gesiicht gehäit, ass immens. 3 Dës Erausfiierderungen, déi den internationalen
Terrorismus un d’Natioune stellt, kënnen nëmmen op eng Manéier bekämpft ginn. Eng Weltregierung ass néideg,
eng Weltregierung gëtt gebraucht, awer eng Weltregierung, déi op der Eenheet baséiert. Dat war d’Thema vun
engem europäesche Bahâ’i Kongress iwwer d’Recht, an dat zu Groesbeek an Holland am Dezember 2005.
D’Dr. Wendi Momen huet bestätegt, dass d’Erausfuerderungen déi den Terrorismus dem Gesetz stellt, net nëmmen
d’Gläichgewiicht tëschent Sécherheet a Fräiheet betreffen, mee d’Schafung vun enger neier Legislatioun; eng
1 Zeitfiir Geist, Nr. 1 März 2006, Lwcemburg
2 Vgl. Ulrich Schnabel, Hirnforschung: Warum Menschen Glauben ? Die Zeit 11.05.2005 Nr.20
3 L'article sur http://www.ni-bahaies.org/article.php?num=271 oder http://news.bahai.org/story.cfin?storyid=421
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 242 -
Legislatioun déi an engem neie Regierungssystem integréiert ass; Eng nei Aart a Weis ze regéieren, déi besser
adaptéiert ass fir eng globaliséiert Welt.
D’Dr. Momen sot dat hei: „Elo wou d’Feier vum Terrorismus flaamt, debatéiren d’Staaten an d’Regierungen an
engem Kader a mat Notioune vu Staatssouveränitéit a mat Gesetzer aus dem 19te Jorhonnert. An esou e Kader a
Gesetzer aus dem 19te Jorhonnert verhënneren se, déi néideg Moossnahmen géint dëst Feier ze huelen. An dat muss
sech änneren, an et muss sech séier änneren, “
D’Dr Momen huet en Doktorat an den intemationale Relatioune vun der faculté des sciences économiques vu
London. Si ass Editrice, Auteur an eng ancienne Presidentin vum nationale geeschtege Rot vun de Bahâ’i vu
Groussbritanien. Si huet eng Konferenz ginn zum Undenke vum Dr. Aziz Navidi, e bekannte Bahâ’i Affekot,
bekannt fir säi Courage a seng Kompetenz am Beräich vun de Mënscherechter.
D’Dr Momen huet drop insistéiert, dass et néideg ass, nei intemational Äntwerten ze fannen. Äntwerten, déi et de
Regiemngen erméiglechen, ze kooperéieren an zesummenzeschaffen. Domat sollen international Bindunge
gestäerkt ginn. Domat soll och weider un enger internationaler federaler Regiemng geschafft ginn.
Et schéngt esou ze sinn, dass souwuel d’Regiemngen, wéi och d’Leit op der Strooss terrifiéiert si virum
Terrorismus. Si sinn net amstand d’Ursaach ze verstoen a kënnen net adequat domat ëmgoen. Vläicht feelt eis och e
fundamentaalt Verständnes vu politescher Gewalt. An op där aner Säit si mir alarméiert wann zivil Rechter duerch
Legislatioun ageschränkt ginn, déi eis eigentlech soll beschützen. Ech denken do un d’Moossnahmen, déi
Regiemnge kënnen huelen, fir Verdächteg kënne festzehalen, ouni Uklo, an de Fait dass mer vläicht ëmmer méi
musse méi streng Kontrollen un de Flughäfen akzeptéieren.
Wat ass dann Terrorismus? D’Defmitioun dovun ass och problematesch. Fir awer kënne mat enger Legislatioun a
Gesetzer ze schaffen, ass et wichteg den Terrorismus ze definéieren, an dat am beschten uechter d’Welt.
D’Vereenten Natiounen sinn zënter Joren amgaang fir sech op eng Defmitioun ze eenegen, déi fir jiddereen
akzeptabel ass. Wat ass legitim Resistenz a wou sinn d’Limite vum Gebrauch vun der Gewalt?
Fir kënnen efficace den Terrorismus ze bekämpfen, ass et natierlech néideg d’Ursaache vum Terrorismus ze
kennen. D’Bahâ’i Schrëften gesinn do eng Rei vu Quellen, un déi ee vläicht net direkt denkt:
Virurteeler, Materialismus, eng Zivilisatioun déi hir Grenzen iwwerschratt huet, e fanatesche Clergé, d’Relioun déi
ausstierft, reliéise Fanatismuss deen deplacéiert ass, d’Feele vu moralesche Wäerter, d’Ongläichheet tëschent Fra a
Mann, d’Konzept vun der Famill, dat ëmmer méi u Wäert verléiert, a Rassissmus.
De Bahâ’i Glawen huet eng staark, awer nuancéiert Stellung zum Terrorismus an der Gesetzlosegkeet. D’Bahâ’f
Léiere soen dass Terrorismus, zesumme mat aner soziale Krankheeten, d’Konsequenz ass vum Verfall vun der
Gesellschaft. Firwat? Well d’Mënschheet sech geweigert huet déi geeschteg Léieren unzehuelen a se ze
applizéieren. Geeschteg Léieren, déi fir all Zäitalter vermëttelt ginn. Bahâ’i sinn domat d’accord, zesumme mat
anere Kritiker, dass Legislatioun aleng, sou wichteg se och ass, net kann adequat mam Terrorismus ëmgoen, well
Legislatioun selwer ass weder inspiréiert duerch sou geeschteg Léieren, nach ass d’Legislatioun dat richtegt
Instrument fir mam Grondproblem fäerdeg ze ginn. E systemesche Grondproblem, deen d’Mënschheet op all
Niveau lähmt. D ’Oneenegkeet. Fir méi zu dësem Thema gewuer ze ginn, rufft mir am beschten un, da kann ech iech
gären d’Konferenz an den Artikel schécken.
326 Kënnen d’Relioun an d’Vernonft sech eigentlech matenee verdroen?
Léif Radio ARA Nolauschterer, wëllkomm bei eiser 326ter Bahâ’i Emissioun.
Kënnen d’Relioun an d’Vemonft sech eigentlech matenee verdroen? 1 Fir de modeme Mënsch sti Glawen an Denken
dacks am Géigesatz zueneen. Zënter der Opklämng gëtt behaapt, dass d’Relioun eppes virwëssenschaftleches,
virphilosophesches wier. Glawen géing bedeiten, dass de Mënsch, op mannst wat en Deel vu sengen Opfaassunge
betrëfft, seng Vemonft net benotzt. Den Immanuel Kant gëtt déi heiten Äntwert op d’Fro: Wat ass d’Opklämng?
„Huel der de Courage, fir däin eegene Verstandze benotzen. “ Weider seet hien: „ Opklärung ass d ’Erauskomme
vum Mënsch aus senger selwer verschëlten Onmiindegkeet. ... “
D’Wëssenschaft gëtt awer zou, dass all Wëssen Grenzen huet. Dass déi mënschlech Vemonft Grenzen huet, beleet
jo och d’Gehirfuerschung. D’Wëssenschaft erkläert d’Welt net vollstänneg. Mir musse mam Fait liewen, dass dat,
wat sech ons opmécht, nëmmen en Deel ka sinn, vun eppes méi Groussem, eppes wat mir net kënnen erfaassen. A
mir mussen agesinn, dass ons Vemonft nëmmen eng begrenzten Asiicht huet.
1 Zeitfiir Geist, Nr. 1 März 2006, Lwcemburg
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-243 -
An de Schrëfte vun der Bahâ’i Relioun, déi ongeféier ee Jorhonnert no der Zäit vun der Opklärung entstane sinn,
gëtt den Opruff, „säin eegene Verstand ze benotzen “ zu engem gëttleche Gebot. Bahâ'u'llâh behaapt, dass säi
Message net nëmmen d’Prophezeiunge vun de virege Reliounen erfëllt, mee och dass säi Message dat geeschtegt-
moralescht Fundament vun enger fräiheetlecher a globaler Uerdnung ass. Säi Jong an Nofolger, 'Abdu’l-Bahâ
schreift dat heiten: „ Stéing d ’Relioun am Géigesaz zur logescher Vernonft, da géing se ophalen, Relioun ze sinn a
wär nëmmen Iwwerliwwerung, (Traditioun). Relioun a Wëssenschaft sinn déi zwee Flilleken, op deenen déi
mënschlech Geeschteskraaft sech erhiewe kann a mat deenen déi mënschlech Séil Fortschrëtter maache kann. “
Relioun ouni Wëssenschaft stierzt de Mënsch an de Sumpf vum Awerglawen. Wëssenschaft ouni Relioun léisst de
Mënsch an den hoffnungslose Bulli vum Materialismus falen.
Fräiheet a Rechtsgläichheet vun alle Mënsche sinn haut Fuerderungen, déi een an de grondleeënde Prinzipie vun der
Bahâ’i Relioun fënnt. Aner wichteg Grondsätz an Ziler sinn: déi individuell a selbstänneg Sich no der Wourecht.
Harmonie tëschent der Vernonft, der Wëssenschaft an dem Glawen. D’Relativitéit vun der reliéiser Wourecht am
Hibléck op déi historesch Gültegkeet am Laf vun der Mënschheetsgeschicht. D’Gläischstellung vu jidderengem viru
Gott a virum Gesetz. D’Ofleeë vu reliéisen, rasseschen a aner Virurteeler. D’Gläichstellung vu Mann a Frau.
D’Eenheet and d’Gläichwäertegkeet vun alle Vëlker an Natioune vun der Welt. Dëse jonke Glawen ass also eng
Relioun vun der Opklärung.
An eiser nächster Emissioun kucke mer eis e weideren Deel aus der Zäitschrëft: Zeitfir Geist un. De Sënn an den
Zweck vum Glawen. Bis dohinn, iech alleguer, en erhuelsame Weekend.
327 Sënn an Zweck vum Glawen
Léif Radio ARA Nolauschterer, wëllkomm bei eiser 327ter Bahâ’i Emissioun. D’Relioun huet no de Wierder vun
'Abdu’l-Bahâ nëmmen dann e Sënn, wa si zu Frëndschaft a Léift féiert. 1 „Bewierkt Relioun Entfriemung, da brauch
een hirer net; well d’Relioun ass ewéi e Medikament: Verschlëmmert sech d’Leed, dann ass se net méi néideg. “
„D ’Wiese vum Glawen ass et, wéinig Wierder ze maachen an eng Onmass vun Doten ze weisen. Sief der bewosst,
dassfir deen, dee méi schwätzt wéi mécht, den Doud besser ass ewéi d’Liewen. “ Déi ganz Gottesléift, also ...,
bieden, sangen a luewen sinn näischt wäert, wa se net begleet ginn vu echter a praktizéierender Solidaritéit mat den
Aarmen, Kranken, deenen déi Honger leiden an déi Verfollegt op dëser Welt.
„Deen ass wierklech e Mënsch, dee sech haut dem Déngscht un der ganzer Mënschheet higëtt. “
A sengem bedeitende Wierk D 'Buch vun der Gewëssheet befaasst Bahâ'u'llâh sech mam Changement, déi all
Offenbarung am Wiesen, an de Gedanken an de Bräicher vum Mënsch ervirrifft. Hie schreift: „ ... well wann net de
Charakter vun der Mënschheet geännert géif, wären déi allëmfaassend Manifestatioune vu Gott ganz kloer
sënnlos. “ „Alles, wat aus dem Himmel vum gëttlechem Wëllen erofkënnt, ass e Mëttelfir d’Erriichtung vun Uerder
an der Welt a fiërdert Eenheet a Frëndschaft tëschent hire Vëlker. “
Genee an dësen Deeg, musse mir eis just op deem Punkt d’Fro stellen, wat maachen d’Reliounen dann an dëser Zäit
voll mat Suergen a Kricher a villen Deeler vum Äerdball? Wat kënnen d’Reliounen da maachen, wann net einfach
sech zesummendinn, fir méi staark ze sinn, fir méi eng staark Stëmm ze hunn a fir hire Gleewegen ze soen: Haalt op
mam Krich, a kenger helleger Schrëft vun iergendenger grousser Relioun steet geschriwwen dass dir ären Noper
sollt ermuerden.
D’Offenbarung vu Gott ass keen eemolegt Phänomeen. Bahâ'u'llâh schreift am Buch Ährenlese: „All gëttlech
Offenbarung gouf esou erofgeschéckt, wéi se de Verhältnesser vum Zäitalter entsprécht, an deem se erschéngen
ass. “
Dat gëttlecht Gesetz zerfält, no de Wierder vun 'Abdu’l-Bahâ an zwee Deeler: Den éischten Deel bezitt sech op déi
geeschteg Wierklechkeet an ëmfaasst d’Glawensbekenntnisser a moralesch Prinzipien, déi de Kär am
Gesetzeswierk vun alle Reliounen ausmaachen. Dës Prinzipien - de Glawen u Gott, Rechtschaffenheet,
Vertrauenswierdegkeet, Nächsteléift, ënnere Fridden, Rengheet, Lassléisung, Demut, Sanftmut, Gedold a
Standhaftegkeet an änlech Prinzipien - si Bestanddeeler vun alle Reliounen a ginn ni opgehuewen. Si ginn an all
propheteschem Zyklus emeiert, well um Enn vum Zäitalter vun all Prophet geet dat geeschtegt Gesetz verluer, an
nëmmen déi baussescht Form bleift nach zréck. ... Den zweeten Deel vum gëttleche Gesetz, deen sech op déi
physesch Wierklechkeet vum Mënsch bezitt, wéi zum Beispill: d’Faaschten, d’Gebiet, de Gottesdéngscht,
d’Bestietnes an d’Scheedung, d’Ofschafung vun der Sklaverei, Geriichtsbarkeet, geschäftlech Ugeleeënheeten an
och Strof a Bereie fir e Mord, eng Gewaltdot, Déifstal a Kierperverletzung an sou weider ginn an all propheteschem
Zyklus je no den Erfuerdernisser vun der Zäit geännert a changéiert.
1 Zeitfiir Geist, Nr. 1 März 2006, Lwcemburg
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 244 -
An eiser nächster Emissioun kucke mer eis e weideren Deel aus der Zäitschrëft: Zeitfir Geist un. Wéi kritt ee
Glawen? Bis dohinn, iech alleguer, en erhuelsame Weekend.
328 Wéi kritt ee Glawen?
Léif Radio ARA Nolauschterer, wëllkomm bei eiser 328ter Bahâ’i Emissioun. Wéi kritt ee Glawen? Et ass de Wee
zu eis selwer ...
De Wee vun der Erkenntnes an de Wee vum Glawen, de Wee vun der Wäisheet an de Wee vun der Léift féiert
duerch déi wäit, geheimnisvoll Landschafte vum Liewen. Et ass de Wee zu eis selwer, deen eis Fridden, Gléck an
Trouscht bréngt. Wéi kënne mir elo praktesch dëse Wee goen:
Den éischte Schrëtt ass d’Bereedschaft an de Wëllen zu enger ënnerer Rou a Fridden an d’Asiicht, dass geeschtege
Fortschrëtt noutwenneg ass, dass mir geeschtege Fortschrëtt an eisem Liewe brauchen. „De Glawe vun engem
Mënsch kann nëmme vun him selwer ofhänken. “ „ ...all Mënsch ass aus sech selwer eraus fäheg a wäert och
weiderhi fäheg sinn, d’Schéinheet vu Gott, ... ze erkennen. Hätt hien dës Fäegkeet net kritt, wéi kéint een da fir säi
Versoen zur Rechenschaft gezu ginn? “
Den zweete Schrëtt Glawen ze gewannen ass dat selbststännegt Sichen. D’Mëttel dozou sinn: liesen, bieden a
meditéieren, domat ass gemengt nodenken a reflektéieren. Doduerch gi mir an ons selwer deenen ongeheiere Kräfte
bewosst, déi an de Wierder Gottes leien.
Den drëtte Schrëtt ass deen, säin Häerz vu Virurteeler ze rengegen. 'Abdu’l-Bahâ schreift: „Hal dech u vernünfteg,
massgebende Beweiser. Well Beweiser weisen de Wee, déi d’Häerz der Sonn vun der Wourecht zoudréien. Ass
d’Häerz der Sonn zougedréint, da gëtt d’A opgemaach an et wäert d’Sonn duerch d’Sonn selwer erkennen. “
De véierte Schrëtt Glawen ze kréien ass deen, Angscht an Ohnmacht viru Schwieregkeeten ze iwwerwannen.
De fënnefte Schrëtt ass deen, Erkenntnisser ze gewannen a vum Zweiwel zur Gewëssheet ze kommen. An dësem
Zoustand wäert de Sichenden „ mat den Ae vum ënnere Kucke gesinn an zu engem vertraute Gespréich mat Gott
kommen. Hie wäert d’Diere vun der Wourecht an der Ehrfurcht opmaachen an d’Diere vun eidlen Abildungen
zoumaachen. An dësem Zoustand wäert e sech dem Rotschloss vu Gott erginn... “ Op dëser Stuf gelaange mir zu
enger neier Siicht. Déi alldeeglech Problemer schéngen ons ouni Bedeitung. Mir léieren, wéi mir eis duerch
d’Bieden an d’Meditéiere vun de gewéinleche Schwieregkeete léise kënnen.
De sechste Schrëtt ass den Ausgläich tëschent individuellem Wuelbefannen an dem Gemeinschaftsliewen, wou ee
sech mat de Mëssstänn an der Welt ausemanersetze muss. Bahâ'u'llâh schreift: „All Mënsche goufen erschaf, eng
stännegfortschreitend Kultur virunzedroen. ... “
Souwäit e puer Gedanken aus der Zäitschrëft Zeit für Geist, Gedanke fir eng friddlech Welt. Ech hunn nach e puer
Zäitschrëften hei leien, fir iech Radio ARA Nolauschterer. Alles wat dir musst maachen, mir elo umffen, am
beschten um 091334210 oder um Radio Ara an hannerloosst e Message, dat ass den 222289.
329 Studiekreesser: Nodenken iwwer dat geeschtegt Liewen
329t Emissioun um Radio ARA, 22ten a 23te September 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, d’Bahâ’i Gemeng
vu Lëtzebuerg invitéiert iech, an engem neie Cours matzemaachen, deen dozou déngt, äert geeschtegt Liewen ze
beräicheren. Dëse Cours ass eemol d’Woch an dauert 12 bis 14 Wochen; jee no de Wënsch vun deenen déi
matmaachen, kann och eng aner Zäit gewielt ginn. D’Käschte vum Cours belafe sech just op d’Aarbechtsbuch an
dat sinn zéng Euro. Sou Coursë ginn d’ganzt Joer offréiert an dir kënnt iech eenzel oder och als Grupp umellen. Am
beschten am Bahâ’i Zenter an der Stad, um 442220. Dës Coursë ginn och zu Diddeleng an zu Ettelbréck offféiert.
D’Studiekreesser baséiere sech op de Léiere vum Bahâ’i Glawen. De Cours beschäftegt sech mat eiser wierklecher
mënschlecher Natur an mam Sënn vun eisem Liewen. Am Cours fanne mir e Verständnes wat haut an der Welt
passéiert a wat dat konkret fir Implikatiounen an eisem Liewen an an eisem Alldag huet. Et geet kloer ervir dass
d’Mënschheet eng Zukunft huet. Op eng praktesch Aart a Weis gi mir encouragéiert, eis geeschteg Qualitéiten ze
entwécklen. D’Studiekreesser sinn op fir all déi, déi méi driwwer wësse wëllen.
Firwat gëtt dëse Cours grad elo ugebueden?
A manner wéi zwee Jorhonnerten huet d’Welt esou changéiert, dass et schwéier ass, se nach erëmzeerkennen. Et ass
sécher dass déi Wourechte vun de grousse Weltreliounen haut nach valabel sinn. Et ass awer och sécher dass déi
alldeeglech Erfarung vum Mënsch am 21 ste Jorhonnert onwahrscheinlech wäit ewech ass vun der Erfarung vun
engem Mënsch, dee virun 2000 oder 1000 Joer gelieft hätt. An Zäite wou d’Chrëschtentum sech entfaalt huet, den
Islam an d’Juddentum.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-245 -
Vill vun eis hu geduecht, dass dës 200 Joer, déi immensen technologesche Fortschrëtt matsech bmecht hunn, déi
grouss sozial Reforme matsech bmecht hunn, dass si d’Welt verbessere géifen. Dass d’Mënsche méi glécklech
wären. Mee och wann dës Changementer néideg waren, ass d’Welt nach ëmmer voll mat Kricher, Trauer, Roserei,
Ongerechtegkeet, Onmënschlechkeet, Leed an Intoleranz.
Vill ze vill Leit hu keng Richtung an hirem Liewe fonnt. Vill ze vill Leit hu kee Sënn fir hiert d’Liewe fonnt. Si
hunn d’Gefill dass d’Liewe méi beräichernd kéint sinn, hunn awer Schwieregkeeten ze verstoen wat se sollen
ufänke mat all deene Changementer, déi all Eck vun eisem Planéit betreffen.
D’Bahâ’i gesinn dat esou: Alles wat an der Welt passéiert geschitt no engem Muster, dat zu enger besserer a méi
gerechter Welt féiert. D’Erwuessesi vun der mënschlecher Rass. De Glawen offréiert eenzegaarteg Ablécker an eis
haiteg Welt. An dofir denke mir dass dëse Cours, dee mir elo ubidden, wichteg ass.
De Cours ass op fir jiddereen. Den Inhalt kënnt aus de Bahâ’i Schrëften a baséiert op méi wéi 30 Joer Erfamng
weltwäit. En huet bewisen, dass en et fäerdeg bréngt den Eenzelnen z’änneren fir dass hie säi Potential entdecken an
ausliewe kann. Fir dass den Eenzelnen sech asetzt fir eng besser Welt ronderëm hien.
De Cours offréiert e Verstoen, Kompetenzen, Wëssen an e geeschtegen Abléck. An déi Saache kënnen d’Liewe fir
jidderee méi sënnvoll maachen.
Wéi fonktionéiert esou e Studiekrees? Bahâ’i Studiekreesser sinn eng bewise partizipativ Method fir ouni Zwang ze
léieren. Si gi vun engem Animateur geleet, dee sech an de Prinzipien a Léiere vum Bahâ’i Glawen auskennt, a wou
et wichteg ass, dass jidderen an enger stressfräier Atmosphär onofhängeg seng Recherche ka maachen.
D’Studiekreesser ginn an enger frëndlecher Atmosphär ofgehalen, an dat a klenge Gmppen.
Et geet an de Studiekreesser drëm, beim Eenzelne säi Potential ze entwécklen, an deem hien d’Méiglechkeet kritt,
mam kreative Wuert vu Gott a Kontakt ze kommen.
D’Material wéi och d’Method gi vun de Bahâ’i Gemengen uechtert d’Welt benotzt. D’Philosophie déi si leet, ass
d’Integratioun vum Déngscht um Mënsch duerch d’Studéieren a geeschtegen Übungen.
D’Etude ass a progressiven Niveauen organiséiert a baséiert sech op enger Rei vu Bicher déi de roude Fuedem
duerchstellen fir e Verstoe vu geeschtege Wourechten déi Bahâ'u'llâh ënnerriicht huet.
Wéi gesot, wann dat iech usprécht oder dir einfach méi genee wëllt wëssen ëm wat et geet, mellt iech um Radio, am
Bahâ’i Zenter oder bei mir um 091334210
Ofschléissend, dëse Gedanke vun 'Abdu’l-Bahâ: „De Mënsch ass a senger Wierklechkeet e geeschtegt Wiesen, an
nëmme wann hien am Geescht lieft, ass en tatsächlech glécklech. Dëst geeschtegt Verlaangen an Empfanne
besëtzen all Mënschen op déi selwecht Aart a Weis. “
330 D’Versprieche vum Weltfridden, eng Aféierung
330t Emissioun um Radio ARA, 29ten a 30te September 2006. Léif Radio ARA Nolauschterer, méi wéi jee brauche
mir Fridden, Fridde mat sech selwer, Fridde mam Partner, Fridden op der Aarbecht, Fridden am Land a Fridden an
der Welt. Wéi vill vun eis kënnen dat Wuert Fridden neméi héieren, oder kënnen einfach näischt méi domat
ufänken? Wéi vill vun eis hunn opgehalen ze gleewen, dass eis Welt méi ffiddlech wäert ginn?
1985 huet den héchste gewielte Bahâ’i Gremium eng Deklaratioun un d’Vëlker vun der Welt gemaach, mam Titel:
D’Versprieche vum Weltfridden. Et gëtt dovunner eng lëtzebuergesch Iwwersetzung am Horizonte Verlag, 1990 mat
enger Aféierung vun der deemoleger Chamberpresidentin, der Madame Erna Hennicot-Schoepges. Ech zitéieren e
puer Passagen aus hirer Aféierung : Si schreift: « En Appel zum Fridden an engem Abléck wou d’Majoritéit vun de
Lëtzebuerger vill méi mat materiellen Iwwerleeunge beschäftegt ass, muss eis nodenklech maachen. ... Den Honger,
d’Aarmut an d’Krankheet vun esou ville Mënschen op dëser Welt ginn och jidderee vun eis eppes un. ... Eng nei
Uerdnung an der Welt, déi eis dem Fridde méi no bréngt, kann nëmmen opgebaut ginn aus der Perspektiv eraus vun
der Matveranlworlung fir déi eng an déi aner. ... Ech wënschen, datt Ären Appel vu ville Leit eescht geholl gëtt, an
datt d’Suerg ëm déi aner eis déi Kraaft gëtt, déi mir all zesumme brauche fir d’Welt ze veränneren»
Mir liewen an enger Welt vun Integratioun an Desintegration, enger Welt wou positiv Kräften amgaang sinn ze
wierken an negativ Kräften amgaang sinn ze wierken. Mir liewen an enger Welt wou Leit an Organisatioune sech
eeschthaft beméien, eng aner besser Welt opzebauen, a wou Leit an Organisatiounen amgaang sinn d’Welt an d’Leit
an hir futti ze maachen an ze zerstéieren.
1 Der Mensch ist seiner Wirklichkeit nach ein geistiges Wesen, und nur wenn er im Geiste lebt, ist er tatsächlich glücklich. Dieses geistige Verlangen und Empfinden besitzen alle
Menschen gleicherweise, Abdu'l-Baha, Ansprachen in Paris, S.54
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 246 -
Mir liewen awer och an enger Welt wou Leit an Organisatiounen amgaang sinn, d’Welt wéi se ass, mat hiren
Institutiounen an Traditiounen, wëllen ze flécken, d’Rëss an de Lächer ze fëllen. Vläicht gesi si net, dass d’Welt am
Moment esou wéi en Haus ass, wat ee besser huet sou stoen ze loosse wéi et ass, an un engem neien ze schaffen. En
Haus, oder eng Welt, mat Strukturen an Institutiounen, déi de Besoine vun der haiteger Welt entspriechen.
Den Ervin Laszlo, Philosophieprofesser a Begrënner vum Club vu Budapest, schreift am Virwuert zu der Bahâ’i
Deklaratioun: „Eng nei Orientéiening vun eisem Denken an een neit Wëssen iwwer d’Dynamik vun der
gesellschaftlecher Verännerung gi gebraucht, wa mir de Fridde wëlle realiséieren. Béid Aspekter ginn am
Friddensappell vum Universalen Haus vun der Gerechtegkeet an hirer wierklecher Natur erfaasst.
A senger Aféierung zur Deklaratioun schreift de Laszlo ënnert anerem: „Fridden ass haut net nëmmen e fromme
Wonsch, mee eng Mussesaach. All Staatschefen a Vëlker vun der Welt musse sech dës Tatsaach virun Aen halen a
sech déi Räifheet uneegnen, déi dat heiten Dokumentfir dat nächst Zäitalter vun der Mënscheet virausgesäit. ...
Den Text vun der Friddensbotschaft erkläert, dass d ’Eenheet déi wichtegst Bedingung ass, fir de Fridden
erbäizeféieren - Eenheet an der Famill, Eenheet an der Natioun an Eenheet an deene grousse Modeller vum
Denken a Fuerschen, an deem, wat d’Wëssenschaft an d’Relioun ausmécht. Räifheet ass dann eng Viraussetzung fir
esou eng Eenheet. ... D 'Mënschheet ka sech op de Wee maachen zu méi enger grousser Wäisheet a méi enger
déiwer Maturitéit, well si huet elo d’Méiglechkeeten, hir ënnerschiddlech Kulturen an Ideologien ze ënnersichen an
iwwer hir historesch Plaz ... nozedenken. “
Mir wäerten an eiser nächster Emissioun mat dësem interessante Friddensappel ufänken, e Fridden, deen eis
versprach gëtt. An der Aféierung kucke mir d’Zeechen, déi elo scho besti fir kënne Fridden ze schafen, mir gesinn
awer och d’Konflikter an d’Virzeeche vu Kricher a mir gesinn de Wee no fir, wéi ee Wee mir huele kënnen.
Bis dohin, iech alleguer en erhuelsamen a friddleche Weekend, äre Jean-Marie.
345 D’Situatioun vun de Bahä’I an Egypten, Deel 1/2
345t Emissioun um Radio ARA, 1 lten an 12te Januar 2007. D ’Bahâ ’i, egvptesch Fantombierger, so ass den Titel
vun engem Artikel vum 2te Januar am Figaro. Déi egyptesch Justiz refuséiert de Bahâ’i, enger klenger reliéiser
Minoritéit, d’Recht op eng Carte d’identité, well si net duerfen dropschreiwen dass si Bahâ’i sinn. Am Alldag ass
dat zimmlech schlëmm. Et heescht, dass d’Bahâ’i kee Gebuertszertifika fir hir Kanner kënne kréien, dass si kee
Bankkonto duerfen opmaachen, keng Assurance duerfen huelen oder hir gro Kaart duerfen emeieren. Si riskéieren
an de Prisong ze kommen, wa si no hirer Identitéitskaart gefrot ginn.
Bahâ’i hu sech no der Gebuert vum Glawen vimn 163 Joer an Egypten néiergelooss. Sou wéi déi dräi unerkannte
Reliounen an Egypten, den Islam, de Chrëschtentum an de Juddentum, gleewen si, dass et nëmmen ee Gott gëtt.
D’Zil vum Bahâ’i Glawen ass d’Schafung vun enger vereenter a friddlecher Welt. 1 2
D’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet, den héchste Gremium am Bahâ’i Glawen, huet e Message un déi
egyptesch Bahâ’i geschéckt. Si bezitt sech op d’Geriichtsuerteel vum héchste Verwaltungsgeriicht zu Kairo vum
16ten Dezember 2006. D’Urteel bestätegt eng diskriminéierend Verfahrensweis vun der Regierung géintiwwer de
Bahâ’i, bei der Ausstellung vu Cartes d’identitéen. D’Richtlinn vun der Regierung versetzt d’Bahâ’i an déi onhalbar
Positioun, dass si entweder falsch Aussoen zu hirer Reliounsugehéieregkeet maachen oder dass si hir Carte
d’identitéen ofginn. D’Carte d’identité ass d’Viraussetzung fir den Zougank zu de meeschte Biergerrechter, wéi
zum Beispill Ausbildung, fir kënnen e Bankkonto opzemaachen oder déi medezinesch Versuergung. 3
Am Bréif vum 21sten Dezember vum héchste Bahâ’i Gremium un déi egyptesch Bahâ’i weisen si ganz kloer hir
Sympathie fir d’Ongerechtegkeet, déi déi egyptesch Bahâ’i erdroe mussen, an dat nëmme wéinst hirem Glawen. An
hiren Efforten, solle si ferm bleiwen an net opginn, fir hir Rechter ze kréien. Domat sollen déi egyptesch
Autoritéiten eng nei Méiglechkeet kréien e Feeler ze verbesseren, e Feeler deen och Implikatioune fir vill aner Leit
huet. Domat sollen och dee moralesche Courage vun deenen Organisatiounen, vun der Media a Leit vu guddem
Wëlle Rechnung gedroe ginn, déi d’Bahâ’i ënnerstëtzen an der Sich no enger gerechter Solutioun vun enger seriöer
Ongläichheet.
De Figaro erzielt de Fall vum Bassem Wagdi, 24 Joer al, dee seng Aarbecht op der däitscher Uni zu Kairo verluer
huet, well hien net konnt e Bankkonto opmaachen, fir kënne säi Salaire ze kréien. „Am Ufank, huet d’Uni
akzeptéiert mech anescht ze bezuelen, mee vu dass si un déi egvptesch Reegele gebonnen ass, hu si schlussendlech
mäi Kontrakt gekënnegt. “ Iwwer sou an aner Fäll, gouf et an der egyptescher Press méi wéi 400 Artikelen.
1 D’Versprieche vum Weltfridden, 1990, Horizonte, Umschlaf
2 Tangi Salaun, aus dem Figaro, 2te Januar 2007
3 bahainews.de
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 247 -
Bis 1960 gouf et an Egypten en unerkannten nationale Rot vun de Bahâ’i. Si haten en nationale Bahâ’i Zenter an e
Kierfecht. Op eemol, an ouni Warnung, no dem decrét présidentiel 263, goufen all national a lokal Bahâ’i
Institutiounen zougemaach a konfiskéiert. Iwwer bal 5 Jorzéngten hunn d’Membere vun der Bahâ’i Gemeng
Emiddregung erdroen, si goufe beleidegt, waren ënnert der Surveillance vun der Police a ware falsche Verhaftungen
ausgesat.
346 D’Situatioun vun de Bahä’i an Egypten, Deel 2/2
346t Emissioun um Radio ARA, 18ten an 19te Januar 2007. Déi egyptesch Justiz refuséiert de Bahâ’l, enger klenger
reliéiser Minoritéit, d’Recht op eng Carte d’identité, well si net duerfen dropschreiwen dass si Bahâ’i sinn. Am
Alldag ass dat zimlech schlëmm. Et heescht, dass d’Bahâ’i kee Gebuertszertifika fir hir Kanner kënne kréien, dass
si kee Bankkonto duerfen opmaachen, keng Assurance duerfen huelen oder hir gro Kaart duerfen erneieren.
„D 'Bahâ H, egvptesch Fantombierger“, so betitelt de Figaro vum 2te Januar en Artikel iwwer dës am Ufank ganz
kleng Geriichtsaffär, flr déi sech awer elo vill méi Leit a Mënscherechtsorganisatiounen interesséieren. Den Hossam
Bahgat ass Direkter vun der Associatioun fir Mënscherechter an Egypten. Hien assuréiert d’Défense vun de Bahâ’i.
„Des Affär war e kruzialen Testßir déi reléis Fräiheet an Egvpten, “ sot hien. Obschonn d’Bahâ’i bis elo juristesch
gesinn, verluer hunn, bleiwe si positiv, wat aner Geriichtsaffären uginn, déi nach amgaang sinn. Den Hossam
Bahgat insistéiert: „D ’Regierung huet e Problem geschaf wou kee war, an elo muss si och eng Léisung fannen. “
D’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet, den héchste Gremium am Bahâ’i Glawen, huet vim kuerzem e Message
un déi egyptesch Bahâ’i geschéckt. Si schreiwen ënnert anerem dass d’Geriicht der Press hir Décisioun sou erkläert
huet: Déi egyptesch Verfassung unerkennt nëmmen dräi Reliounen; den Islam, de Chrëschtentum an de Juddentum.
Dëst Argument verfeelt awer d’Essenz a verschleiert dee wierkleche Punkt. Déi egyptesch Bahâ’i froe jo net dass de
Bahâ’i Glawe soll unerkannt ginn. Wéi aner egyptesch Bierger, wëlle si nëmmen hir Rechter ausüben a kënnen eng
Identitéitskaart kréien ouni mussen iwwer hire reliéise Glawen ze léien.
Wat mat de Bahâ’i an Egypte geschitt, gëtt eis d’Geleeënheet flr iwwer dee méi breede Kontext nozedenken, an
deem dës rezent Aktioun vum héchsten administrative Geriicht geschitt ass. Dat soll eis e méi grousse Sënn ginn,
wat geschitt ass an zu wat et nëtzlech ka sinn.
Et ass kloer dass Ongerechtegkeet herrscht. Uechter d’Welt ass jidderee betraff, sief et doheem, op der Aarbecht,
oder an der Ëffentlechkeet, wéinst schlechtem Behuele vun Eenzelnen, Gruppen oder Regiemngen. Bahâ'u'llâh huet
vill doriwwer geschriwwen, dass „schwéier Wolleken d’Gesiicht vun derÂerd geschwäerzt hunn an hir Leit
doranner agewéckelt hunn. “
Haut an enger Zäit vu souvill Changement, ass d’Situatioun äussert schlëmm. Entgéigesat Prozesser vu Chaos an
Uerder interagéieren an enger Spiral vun Turbulenz. An dat signaléiert eng Transitioun am geeschtegen a sozialen
Agenda vun der Welt als Ganzt.
D’mënschlech Gesellschaft ass op engem Punkt an hirer Evolutioun ukomm, wou d’Eenheet vun der ganzer
mënschlecher Rass méi wéi néideg ass. Dës Realitéit net ze verstoen heescht einfach déi aktuell Krisis am
Weltgeschéien net ze verstoen. De Prinzipp vun der Eenheet vun der Mënschheet gëtt eis de Code flr déi
wäitgräifend Problemer ze léisen, déi all domat verbonne sinn. Als Bahâ’f heescht dat net nëmmen de Prinzipp vun
engem friddlechen Zil, mee och d’Aarbecht déi domadder verbonnen ass, fir dat ze erreechen.
Wann dëse Kampf fir Gerechtegkeet, vun de Bahâ’i wéi och vu ville Mënscherechtsorganisatiounen, dozou ka
bäidroen, dass een eenzege globale Moosstab fir Mënscherechter ka geschaf ginn, ass et d’Méi wäert. Ouni Zweiwel
wäert och Egypte sech erhiewen, fir dozou bäizedroen, Weltfridden a Prosperitéit ze schafen, en Dram vun all
Natioun.
347 Gott ass d’Quell vun all de Reliounen - Weltdag vun der Relioun, Deel 1/2
347t Emissioun um Radio ARA, 18ten an 19te Januar 2007. „Et ass besser an d’Gebiet en Häerz ouni Wierder ze
leeën, wéi Wierder ouni Häerz. “ Mahatma Gandhi
Den drëtte Sonndeg am Januar ass Weltreliounsdag. Dësen Dag gouf 1950 an d’Liewe geruff a gëtt haut a méi wéi
80 Länner op der Welt gefeiert. Firwat brauche mir sou en Dag? „Net iwwerall an der Welt, awer an Däitschland
ass et säitJoere méiglech, dass Mënsche mat ënnerschiddlechem Glawe sech begéinen, sech méi no kommen a
mateneen an d’Gespréich kommen. Wa mir een deen anere besser verstinn, kënne mir eis och zesumme besser
verstinn. Nëmmen esou kënne mirfriddlech matenee liewen. “ Dat sinn d’Wierder vum Metropolit Augoustinos vun
Däitschland an Exarch vun Zentraleuropa.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-248 -
„Nëmmen deen, deen d’Chance huet säi Géintiwwer kennenzeléieren, ass an der Lag, Virurteeler zeerkennen a se
ze bekämpfen. “ ass d’Positioun vum Charlotte Knobloch, Präsidentin vum Zentralrot vun de Judden an Däitschland.
An de Kardinal Karl Lehmann, Präsident vun der däitscher Bëschofskonferenz seet: „ Mir duerfen dat Friemt net
ausklammeren. Dat gëlt besonnesch fir déi reliéis Fro. Et wär paradox, wann den Dialog sech net drëm bekëmmere
géif wat d’Mënsche gleewen a wat hinnen helleg ass. “
Erstaunlech a wierklech erfreelech ass en neien Timber, deen d’Republik vum Congo dëst Joer erausginn huet, an
dat fir de Weltdag vun der Relioun. Uewen um Timber steet a grousse Buchstawen: „ Gott ass d’Quell vun all de
Reliounen. “ An der Mëtt vum Timber fënnt een d’Symboler vun de verschiddene Reliounen.
Dëse Weekend gëtt dëse Weltdag vun der Relioun och zu Lëtzebuerg gefeiert, sou zum Beispill zu Stesel am
Porheem. Mat esou ville Kulturen, déi mir als Noperen hei zu Lëtzebuerg hunn, ass et nëmmen normal, dass mir
profitéieren, eis besser kennenzeléieren. A sech kenneléieren heescht iwwer säi Glawe schwätzen, Meenungen a
Gefiller austauschen. Dacks sinn et awer reliéis oder politesch Konflikter am Ausland, déi eis vläicht e schlechten
Androck vun där enger oder anerer Relioun ginn. De Weltreliounsdag wëll den Dialog tëschent de Reliounen
encouragéieren. Dësen Dag soll eis ureegen, méi dacks mat eisem Noper aus Wäissrussland oder mat eiser Nopesch
aus Slovenien ze schwätzen. All Relioune betounen, dass déi eigentlech Bestëmmung vum Mënsch a senger
Geeschtegkeet ze fannen ass. Eng séier a kuerzfristeg Befriddegung am Konsum oder a stännegen Oflenkungen
vermëttele wuel kaum en ënneren Halt oder dauerhaft Gléck.
De Weltreliounsdag hëlleft eis e bessert Versteesdemech ze kréien, fir dat grousst Spektrum vun de reliéise
Meenungen; dësen Dag hëlleft eis, d’Mënsche ronderëm eis méi ze respektéieren, Mënschen aus anere Länner,
Mënsche mat anere Kulturen a Mënsche mat enger anerer Relioun. Dëse Weltreliounsdag wëllt eng Bréck bauen.
Eng Bréck wou op der enger Säit d’Leit gläichgülteg niewentenee liewen an op der anerer Säit, Leit, déi konstruktiv
mateneen eppes zesumen ënnerhuelen. Eng Bréck mat enger faarweger Villfalt déi eis an eng méi friddlech Zukunft
féiert, an eng Zukunft, déi och geeschteg méi räich ass. Wéi steet um neie congolesechen Timber: Gott ass d’Quell
vun all de Reliounen.
Fir méi iwwer aner Relioune kennenzeléieren, gitt op den Internetsit:
worldreligionday.org oder sicht am Internet ënnert: Weltreligionstag. Dass et
an all de grousse Reliounen eng golde Reegel gëtt, gesi mer méi genau an eiser
nächster Emissioun. Ofschléissend dëst Zitat aus de Bahâ’i Schrëften:
„Luet kenger Séil eng Laascht op, déi dir selwer net droe wëllt, a wënscht
kengem eppes, wat dir iech net selwer wënscht. 1 2 “
Dieu est la source de toutes les religions.
DIEU ESTIA SOURCE DE TOUTES LES RELIGIONS
floumée<JMonâak
dchnMgionj xÄ
Obseivéc
le Troisième Dimanche
de Janviei
République du
cohgo
348 Gott ass d’Quell vun all de Reliounen - Weltdag vun der Relioun, Deel 2/2
348t Emissioun um Radio ARA, 25ten an 26te Januar 2007. Dieu est la source de toutes les religions. Gott ass
d’Quell vun all de Reliounen, sou kann een op engem neien Timber liesen, deen déi kongolesesch Republik
erausginn huet, bei Geleeënheet vum Weltreliounsdag, den drëtte Sonndeg am Januar.
„Luet kenger Séil eng Laascht op, déi dir selwer net droe wëllt, a wënscht kengem eppes, wat dir iech net selwer
wënschtr“ En Zitat aus de Bahâ’i Schrëften, an zugläich déi golde Reegel, déi een an all de grousse Relioune fënnt.
Déi eelste Relioun déi mer kennen a vun där mir geschriwwen Texter hunn ass den Hinduismus, virun zirka 3700
Joer. D’Texter heeschen Mahabharata an do liest een: „Dat hei ass d’Somme vun alle Flichten: Do kengem aneren
dat Leed un, wat bei dir selwer Leed veruersaacht hätt.
Am Talmud, an de jiddesche Schrëften, virun 3500 Joer, liest een: „ Wat dir wéi deet, dat do kengem aneren un. “
An der zoroastrescher Relioun, virun zirka 3000 Joer, fënnt een dësen Text: „Dot kengem eppes un, watfir iech
selwer net gutt géing schéngen, “ Eng aner Iwwersetzung seet: „ Wat s du méchs, gëtt dir selwer och ugedoen. “
Da fanne mer en Text am Taoismus, an dat virun zirka 2600 Joer, dee seet: „Betruecht de Virdeel vun dengem
Nächsten als däi Virdeel an den Nodeel vun dengem Nächsten als däin Nodeel. “
Am Buddhismus gëtt et en Text vum Buddha, Udana, Vers 18, an dat virun zirka 2500 Joer, dee seet: „Et soll ee fir
aner dat Gléck sichen, wat ee sech selwer wënscht. “
1 Baha'u'llah, Aehrenlese
2 Baha'u'llah, Aehrenlese
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 249 -
Am Chrëschtentum liese mir am Matthäus Evangelium 7:12 dëse Vers: „Alles, wat dir also vun aneren erwaart, dat
maacht hinnen och! Doranner besteet d’Gesetz an d’Propheten. “
Virun zirka 1300 Joer fënnt een am Islam dësen Text vum Mohammed: „Kee vun iech ass e Gleewegen, sou laang
hien net datfir säi Brudder wënscht, wat hie fir sech selwer gewënscht hätt. “
A virun zirka 140 Joer kann een dësen Text an de Bahâ’i Schrëfte vu Bahâ'u'llâh liesen: „Luet kenger Séil eng
Laascht op, déi dir selwer net droe wëllt, a wënscht kengem eppes, wat dir iech net selwer wënscht. Dat ass Mäi
beschte Rotfir iech, géift dir iech en dach zu Häerz huelen. “
Souwäit dës golde Reegel, déi een an all de grousse Reliounen erëmfënnt, eng Reegel, déi eis ermuddegt an eis
encouragéiert, deem aneren ze begéinen a sech fir seng Relioun ze interesséieren. Et ass flott ze kucken, wat
d’Relioune gemeinsam hunn, a wat si trennt. Et hëlleft jiddefalls enorm. Ass net grad dës golde Reegel, dat wat mir
an eiser heitiger Gesellschaft brauchen. Ech denken do un d’éducation aux valeurs, also d’Erzéiung vu Wäerter, dat
de Neie Lycée zum Beispill offréiert. Do sollen d’Schüler, ech zitéieren: „faire usage d’un esprit ouvert et critique,
comprendre l ’autre et s ’engager. “ Dës dräi Etappe schénge mir enorm wichteg ze sinn an och logesch. Et probéiert
een fir d’éischt emol sech a seng Ëmwelt kennenzeléieren an deen aneren ze verstoen. Duemo positionéiert ee sech,
et hëlt ee Stellung zu sengem Liewen an et kuckt een, wéi ee sech an eiser Gesellschaft engagéiere kann.
Wann ee gleeft, wann ee sech fir e Glawen entscheed oder och net, da positionéiert ee sech. An dat ass gutt esou. An
duerfir ass dëse Weltreliounsdag esou wichteg. En Dag wou mir eis Zäit huelen, kritesch ze kucken, eis selwer an
deen aneren, en Dag wou mir probéieren, deen aneren ze verstoen, en Dag wou mir kënne kucken, wéi mir dann
eppes kënnen zesummen ënnerhuelen, well zesumme si mir méi staark.
Wéi steet um neie kongolesechen Timber: Gott ass d’Quell vun all de Reliounen - Dieu est la source de toutes les
religions. Loosse mir net iwwer Relioun streiden, mee loosse mer zesumme fir eng besser Welt schaffen, an dat mat
vollem Engagement.
349 D’Bahä’i: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 1/10
« Et ass liicht d ’Liewe schwéier ze huelen, awer schwéier et liicht ze huelen. » Nossrat Peseschkian
« Wien eleng schafft, rechent zesummen.. Wie mat aneren zesummeschaftt, multiplizéiert! » Positive Psychotherapie
Dacks ass et guer net sou einfach eng Fro iwwer d’Relioun kuerz ze beäntweren. Ech hunn op der offizieller Bahâ’i
Intemetsäit interessant Froen mat kuerzen a passenden Äntwerte fonnt. Mir liewe jo och an enger Zäit, wou alles
sou séier geet, ruck zuck, keng Zäit fir näischt, keng Zäit fir sech ze konzentréieren. Hei elo mol puer vun dëse
Froen. Dës Froen sinn direkt Froen iwwer Tatsaachen an Zuelen am Bahâ’i Glawen.
Wat gleewen d’ Bahâ ’i ? Bahâ’i gleewen, dass et nëmmen ee Gott gëtt, dass d’ganz Mënschheet eng Famill ass, an
dass d’Relioun sech op enger fimdamentaler Eenheet baséiert. Bahâ’i erkennen, dass d’Komme vu Bahâ'u'llâh en
Zäitalter opgemaach huet, wou Weltfridden entsteet. En Zäitalter, dat an alle den hellege Schrëften anticipéiert gouf,
wou d’ganz Mënschheet hir geeschteg a sozial Maturitéit erreeche wäert. En Zäitalter, wou mir als eng vereente
Famill an enger gerechter globaler Gesellschaft liewen.
Wien ass Bahâ'u'llâh ? Bahâ'u'llâh gëtt vu Milliounen uechter d’Welt als de Gottesbote fir dës Zäit unerkannt. De
Bahâ’i Glawe baséiert op Senge Léieren. 1817 an enger prominenter Famill am Iran gebuer, huet Hie schonn a
Senger Kandheet ongewéinlech intellektuell Fäegkeete gewisen, obschonn Hien dat net an der Schoul geléiert hat,
enger Schoul am Iran vum 19te Jorhonnert. Hien huet och gewisen, dass Hie sech hirginn huet, fir d’Situatioun vun
den Aarmen am Land ze verbesseren. Säin Numm war Mirza Husayn Ali. Hien selwer huet sech mam Numm
Bahâ'u'llâh identifizéiert, wat souvill wéi d’Herrlechkeet Gottes bedeit. Mat dësem Titel huet Säi Virleefer, de Bâb,
Hie genannt. Wéinst Senge Léieren, gouf Bahâ'u'llâh an den Exil verbannt, en Exil vu 40 Joer, deen Hien an
d’Hellegt Land bruecht huet. Do ass Hien 1892 gestuerwen.
Wat ass de Bahâ ’i Glawen ? De Bahâ’i Glawen gouf virun 150 Joer gegrënnt. En ass haut eng vun de
Weltreliounen, déi am schnellste wiesst. Mat iwwer 5 Milliounen Unhänger, déi praktesch an all Natioun vun der
Welt wunnen, ass et déi Relioun, déi nom Chrëschtentum am wäitste verspreet ass. Bahâ’i wunnen a méi wéi
100.000 Lokalitéiten ronderëm d’Welt, eng Expensioun, déi weist, dass si fest un den Ideal vum Weltbierger
gleewen.
Wat sinn e puer vun de Grondléiere vum Bahâ ’i Glawen ? Wann och de Bahâ’i Glawen déi spirituell Grondléiere
bestätegen, déi all Gottesoffenbarer vu Gott bruecht huet, bréngt de Bahâ’i Glawen nei sozial Léieren, déi eng
global Gesellschaft brauch. Dozou gehéieren d’Eenheet vun der Mënschheet, d’Gläichheet vun de Rechter a
Méiglechkeete fir Männer a Fraen, d’Ofschafung vun all Forme vu Virurteeler, déi essentiell Harmonie vun der
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-250 -
Wëssenschaft an der Relioun, d’Tatsaach, dass mir eng universal Hëllefssprooch brauchen an d’Ofschafüng vun den
Extreme vun Aarmut a Räichtum.
350 D’Bahä’i: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 2/10
350 Sendung, 16n a 17te Februar 2007
Wien ass de Bâb? Bahâ’i gleewen dass de Bâb en onofhänge Bote vu Gott war. Hien huet vun 1819 bis 1850 gelieft.
Seng Missioun war et, nei sozial Prinzipien ze bréngen, déi fir d’Besoine vun enger globaler Gesellschaft passen.
Seng Schrëften hunn de Wee virbereet fir d’Missioun vu Bahâ'u'llâh. De Bâb gouf 1850 op Uerder vum islamesche
Clergé higeriicht. Si haten d’Gefill, hir Positioun wier a Gefor duerch d’Prinzipien, déi hien ënnerriicht huet.
Wou a wéini huet de Bahâ’i Glawen ugefaangen? De Bahâ’i Glawen gouf 1863 inauguréiert, wéi Bahâ'u'llâh Seng
Misioun zu Baghdad annoncéiert huet, an dat wärend dem éischten Deel vu Sengem Exil aus dem Iran.
Wéivill Bahâ ’t ginn et? Et ginn de Moment iwwer fënnef Millioune Bahâ’i, déi an ëm déi 100.000 Lokalitéiten an
all Deel vun der Welt liewen. De Glawen ass unerkannt als déi am meeschte verbreet Relioun, nom Chrëschtentum.
Iluet de Bahâ ’t Glawen en internationalen Zentrum? De Bahâ’i Welt Zentrum ass an der Haifa/Akka Géigend vun
Israel etabléiert. Et ass wou Bahâ'u'llâh 1868 an den Exil koum, an dat bis zu Sengem Doud 1892. Dës Gebitt ass
haut d’Plaz wou de Glawe seng hellegst Schräiner huet. D’Griewer vu Bahâ'u'llâh a Sengem Virleefer de Bâb, an de
Sëtz vum Glawe sengem intemationale Conseil.
Wien ass un der Spëtzt vum Bahâ ’i Glawen? (ARA Emissioun 358 )
Gëtt et nëmmen eng richteg Relioun ? l Alleguer d’Weltreliounen sinn an hirer Essenz Etappen an der andauernder
Offenbamng vun där enger Relioun. D’Relioune komme vun där selwechter Quell. Si hunn dee selwechte
wesentlechen Zweck. Den Zweck vun der Relioun ass, déi mënschlech Rass ze leeden a si ze erzéien. Spirituell
gesinn ass et eng Relioun, awer si ënnerscheede sech an hiren zweetrangegen Aspekter, wéi zum Beispill déi sozial
Léieren, déi ëmmer nees änneren, an dat par rapport zu deem wat d’Mënschheet an hirer Entwécklung brauch.
D ’Eenheet vun der Relioun. De Prinzipp vun der Eenheet vun der Relioun ass zentral an de Bahâ’i Léieren.
Bahâ'u'llâh seet dass d’Mënschheet amgaang ass, kollektiv ze wuessen, bal esou wéi wann eng Persoun wiisst.
“Den onverännerte Glawe vu Gott. ” Wa Bahâ’i soen dass déi verschidde Reliounen nëmmen eng Relioun sinn, da
mengen si net, dass déi verschidde reliéis Organisatiounen déi selwecht sinn. Et ass éischter esou dass si gleewen
dass et nëmmen eng Relioun gëtt an dass all Gottesoffenbarer hir Natur progressiv offenbaart hunn. Zesummen,
sinn déi grouss Weltreliounen den Ausdrock vun engem eenzege gëttleche Plang, dee sech entfaalt.
Wat huet de Bahâ ’t Glawe mam Islam ze dinn? De Begrënner vum Bahâ’i Glawen, Bahâ'u'llâh, gouf an eng
moslemesch Famill a Gesellschaft gebuer. Et ass e bësse sou wéi d’Chrëschtentum aus dem Juddentum gewuess
ass, oder de Buddismus aus dem Hinduismus, esou ass och de Bahâ’f Glawen aus engem islamesche Kontext eraus
entstan. A genausou ass de Bahâ’f Glawen eng onofhängeg Relioun. Si huet hir eege Gesetzer, hir eege Léieren an
hir eegen Institutiounen.
351 D’Bahä’I: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 3/10
35 lst Sendung, 23ten a 24te Februar 2007. Wëllkomm bei der 35 lster Bahâ’f Emissioun hei um Radio ARA. Eng
Fro, eng Äntwert, sou wäerte mir an den nächste puer Emissiounen iwwer de Bahâ’i Glawe schwätzen. Hei e
weideren Deel dovun. Dës Informatioune fannt dir och op Englesch am Intemet ënnert bahai.org.
Wéi eng Feierdeeg hunn d’Bahâ ’i? Et ginn all Joer 11 helleg Deeg. Si hunn ze di mat de Liewe vu Bahâ'u'llâh an
dem Bâb. An da gëtt et nach d’Bahâ’I Neit Joer, den 21ste Mäerz. Dat gëtt iwweregens dëst Joer am Centre Prince
Henri zu Walfer gefeiert. Méi Informatiounen iwwer dësen Owend kritt dir nach mat Zäit. Deen allerwichtegste vun
deenen anere Feierdeeg ass Ridvân, eng Period vun 12 Deeg am Abrëll Mee. Et ass déi Period wou Bahâ'u'llâh Seng
Missioun erkläert a geoffenbaart huet. Dës helleg Deeg, oder Feierdeeg gi vu Bahâ’f an hire Frënn zesummen an der
Gemeng gefeiert a commémoréiert. Et ass dacks e besënnlechen a freeleche Moment, wou een eppes iwwer de
bestëmmten Dag bäiléiert a wou een deem Anere méi no kënnt. Néng vun dësen Deeg sinn offiziell Bahâ’f
Feierdeeg wou net geschafft gëtt.
Hunn d’Bahâ ’i en hellegt Buch? Dat hellegst Buch am Bahâ’i Glawen ass de Kitâb-i-Aqdas. Et ass d’Buch vun de
Gesetzer a geschriwwe vu Bahâ'u'llâh. Et ass een Deel vu ville Bicher, déi vun Him sinn. D’Bahâ’i Schrëften
ëmfaassen ëm déi 100 Bicher a Bänner. Et fënnt een doranner vill vill Themen: Gesetzer a Prinzipie fir eist
1 www.bahai.org
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-251 -
perséinlecht Behuelen an och d’Fonktionnement vun der Gesellschaft. Da fénnt ee mystesch Texter déi sech mam
Fortschrëtt vun der Séil befaassen an hirer Rees zu Gott. De Virleefer vum Bahâ’i Glawen, de Bâb an de Jong an
Nofolger vu Bahâ'u'llâh, 'Abdu'l-Bahâ hunn och ganz vill geschriwwen a fir d’Bahâ’i gehéieren hir Schrëften zu den
hellege Schrëften am Glawen an als eng Referenz. Ausserdeem sinn och d’Bibel, de Koran an déi aner helleg Texter
vun den anere grousse Relioune vun de Bahâ’i als helleg unerkannt.
Wat gleewen d ’Bahâ 7 iwwer Gott? Gott ass déi lescht Realitéit, l ’ultime réalité. Gott ass deen, deen den Universum
erschaf huet. Seng Natur ass der Mënschheet onbekannt an net zougänglech. Wa mir Gott soen, oder Allah,
Yahweh, Brahma ; all dës Nimm bezéien sech op dat Eent, op dat gëttlecht Wiesen. Iwwer Gott léiere mir duerch
Seng Propheten, Seng Manifestatiounen, Seng Gottesoffenbarer. Si ënnerriichten a féieren d’Mënschheet.
Wat ass den Zweck vun der Relioun? Firwat brauche mir Relioun? Gott huet Seng Gesetzer a Léieren der
Mënschheet ginn, an dat duerch d’Propheten, d’Manifestatioune vu Gott. Mat dëse Gesetzer a Léiere kann all Séil
Gott méi no kommen an d’Gesellschaft ka virukommen; materiell a geeschteg. Wärend eiser ganzer Geschicht,
hunn d’Offenbarunge vun de Manifestatioune vu Gott d’Relioun emeiert. Firwat? Fir dass d’Mënschheet verstoe
kann, zu wéi engem Zweck si wierklech erschaf goufen.
Gëtt et just eng wierklech Relioun déi richteg ass? An hirer Essenz, an hirem Wiesen, sinn all d’Weltreliounen, wéi
de Chrëschtentum, de Juddentum, den Islam, de Buddhismus, den Hinduismus, de Bahâ’i Glawen, Etappen an der
andauemder Offenbamng vun der enger Relioun. All dës verschidde Reliounen komme vun der selwechter Quell. Si
hunn all een an dee selwechten Zweck; déi mënschlech Rass ze féieren a si ze erzéien. Dat geeschtegt Fundament
vun all de Reliounen ass dat selwecht. Si ënnerscheede sech awer an hiren zweetrangegen Aspekter. Dozou
gehéieren déi sozial Léieren. Si ännere sech par rapport zu de Bedierfnesser vun enger Mënschheet, déi évoluéiert.
352 D’Bahä’I: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 4/10
352st Sendung, 2ten an 3te Mäerz 2007
Wéi weist Gott sech der Mënschheet? Wéi offenbaart Flie sech? Queesch duerch d’Geschicht huet Gott sech
offenbaart, an dat duerch eng Successioun vu gëttleche Manifestatiounen, Propheten. Hir Léieren, moralesch,
geeschteg a sozial, hunn dem Mënsch seng Relatioun mat Gott emeiert. Dës Léieren hunn dem Mënsch eng Basis
ginn, fir dass d’Gesellschaft ka virukommen, kann avancéieren. Ënnert hinne fënnt een Abraham, Krishna,
Zoroaster, Moses, Buddha, Jesus, Mohammet, de Bâb a Bahâ'u'llâh. Et ginn och nach aner Propheten. Hir Nimm
goufe mat der Zäit verluer.
F[u mir eng Séil? Déi wesentlech Identitéit vun all Persoun ass seng rationell an onstierflech Séil. Wann och eis
Existenz op dëser Äerd vun eisem Kierper ofhänkt, ass déi mënschlech Natur awer fundamental geeschteg.
Wéi biede Bahâ 7? Mir schwätze mat Gott, mir kommunizéiere mat Gott duerch d’Gebiet. Wa mir d’Wuert vu Gott
liesen an driwwer nodenken, da kréie mir eng Féierung. An de Bahâ’i Schrëfte fanne mir Gebieder fir eng ganz
Rëtsch vu Geleeënheeten an Uläss. Dobäi kommen nach verschidden deeglech Gebieder. Bahâ’i gleewen
ausserdeem dass Aarbecht, déi am Geescht vum Déngscht gemaach gëtt, mam Gebiet gläichgestallt ass. Zesumme
mat aktivem Déngscht, Meditatioun an dem Respekt vu geeschtegen a moralesche Gesetzer, erlabt d’Gebiet eis, eis
ze entwécklen a méi no zu Gott ze kommen.
Wat ass de Sënn vum Liewen? Den Zweck vun der mënschlecher Existenz ass fündamental spirituell, geeschteg. Et
geet drëm eist geeschtegt an intellektuellt Potential ze entwécklen. An dat kënne mir maache wa mir versichen, Gott
besser ze kennen a wa Mir zu Him bieden. Domat droe mir och eisen Deel dozou bäi, eng Zivilisatioun ze hunn, déi
sech stänneg entwéckelt.
Gleewe Bahâ ’i un den Himmel an un d’Häll? D’Konzept vun Himmel an Häll ass fir e Bahâ’i éischter eng
Allegorie fir ze soen op een no oder wäit ewech ass vu Gott. Wa mir stierwen, ass den Zoustand vun eiser Séil
ausschlaggebend, wéi mir d’Liewen nom Doud erliewe wäerten. Himmel an Häll si keng wierklech Plazen, et si
geeschteg Realitéiten.
Wat geschitt wann ech stierwen? Nodeem d’Séil vum Kierper getrennt ass, kënnt d’Séil an e geeschtege Beräich
vun Existenz eran. An do kënnt d’Séil Gott ëmmer méi no. De Fortschrëtt vun der Séil vir Gott méi no ze kommen
hänkt vun der Virbereedung of, déi d’Séil hei op der Äerd gemaach huet, an dat par rapport zu de Léiere vu Gott, de
Léiere vun de Gottesoffenbarer.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 252 -
353 D’Bahä’i: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 5/10
353st Sendung, 9ten an lOte Mäerz 2007. Léif Radio Ara Nolauschterer, an eiser Rei Froen an Äntwerten iwwer de
Bahâ’i Glawen gesi mir haut e weideren Deel mat Froen iwwer de Bahâ’i Glawen, an zwar wéi praktizéieren
d’Bahâ’i hire Glawen? An déi éischt Fro ass déi heiten:
Wéi verbreeden d’Bahâ ’i hire Glawen? Bahâ'u'llâh sot ganz kloer dass et d’Flicht vun all Bahâ’i ass, de Glawe mat
Aneren ze deelen. Proselitismus ass awer verbueden. Dofir däerf een op keen Drock ausüben de Bahâ’i Glawen ze
akzeptéieren. Déi onofhängeg Sich no der Wourecht ass nämlech e fundamentaalt Recht an eng Verantwortung vu
jidderengem. Zur Zäit offréiere Bahâ’i Gemengen uechter d’Land sougenannte Studiekreesser un, fir all déi, déi méi
iwwer de Glawe wësse wëllen. Am klenge Krees huet een do d’Geleeënheet, d’Bahâ’i Schrëften direkt ze liesen a
sech mat aneren doriwwer auszetauschen. Wat sinn d’Bahâ’i Schrëften, wat ass d’Gebiet a wat seet de Bahâ’i
Glawen zum Liewen an Doud? Dat sinn e puer vun den Themen, iwwer déi wärend dësen Owenter diskutéiert gëtt.
Fir weider Informatiounen doriwwer, rufft am beschten am Sekretariat vum Bahâ’i Zenter un, dat ass de 442220
oder direkt bei mir um 691334210.
Wéi gëtt ee Bahâ Y? Et gëtt ee Bahâ’i wann ee Bahâ'u'llâh unerkennt als d’Manifestatioun vu Gott fir eis Zäit. Et
gëtt ee Bahâ’i wann een akzeptéiert Seng Gesetzer a Léieren ze beuechten an och déi administrativ Institutiounen,
déi Hien établéiert huet fir d’Vereenegung vun der Mënschheet. Praktesch heescht dat, et gëtt ee Member vun der
Bahâ’i Gemeng wann een der verantwortlecher Bahâ’i Institutioun säi Glawen an Engagement matdeelt. Dat ka
mëndlech oder schrëftlech sinn. An der Reegel ass et esou, dass een e Kolleg huet, dee Bahâ’i ass, an zu deem ee
Vertrauen huet a mat deem een zesummen de Bahâ’i Glawe kennegeléiert huet.
Huet een als Bahâ ’i iergendwelleg alimentaire Restriktiounen? Ginn et also Saachen, déi een net däerf iessen oder
drénken? Am Bahâ’i Glawe kann een alles iessesn an drénken, ausser alkoholeschem Gedrénks an de Gebrauch vun
Drogen. Si si verbueden. Et sinn dat narkotesch Drogen an Drogen déi Halluzinatiounen mat sech bréngen.
Muss e Bahâ ’i en Deel vu sengem Akommes dem Glawe ginn? Bahâ’i maache reegelméisseg Contributioune fir déi
Fonden, déi d’Aarbecht vum Glawen ënnerstëtzen. Si maachen dat je no deem wéi hir fmanziell Mëttele sinn. Dat
ass een Aspekt vum Liewen. E Liewen am Déngscht zu sengem Matmënschen. Et ass dat eng geeschteg Flicht an
eng Saach vun individueller Bewosstheet. All Spende sinn anonym an et gëtt op kee Fall iergend en Drock
ausgeübt, fir dass ee soll eppes ginn.
Wat sinn d’Gesetzer am Bahâ ’i Glawen? Gesetzer a Virschrëfte fir dat geeschtegt a moralescht Liewe vum
Eenzelnen a fir d’Gouvemance an d’Entwécklung vun der Gesellschaft sinn een Deel vun de Bahâ’i Léieren. Do
ginn et emol Gesetzer fir den Eenzelnen, ënnert anere sinn et: dat deeglecht Gebiet, d’Anhale vun enger Period vu
Faaschten, d’Erzéiung vun de Kanner, sech net an d’Parteipolitik amëschen, an d’Flicht e Commerce oder e Bemff
ze hunn. Da ginn et nach aner moralesch an ethesch Prinzipien, do fënnt een de Verbuet, schläicht iwwer aner Leit
ze schwätzen, Sex ausserhalb vum Bestietness ze hunn, d’Glécksspiller an de Gebrauch vun Alkohol an Drogen,
wann et net am Kader vun enger medezinescher Behandlung ass. An dann huet Bahâ'u'llâh Prinzipien an
Institutioune beschriwwen, déi e Muster si fir dass eng vereente Gesellschaft effektiv fonktionéiere kann. Dës
Prinzipien an Institutiounen droen natierlech och dozou bäi, dass d’Mënschen op der Welt materielle Wuelstand
sollen hunn.
354 D’Bahä’i: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 6/10
354st Sendung, 16ten a 17te Mäerz 2007
Wéi ass d 'Bahâ ’i Astellung géintiwwer der Homosexualitéit? D’Bahâ’i Gesetz limitéiert erlaabte sexuell
Relatiounen op déi tëschent Mann a Fra am Bestietnes. Vun engem Bahâ’i gëtt erwaart, dass hie sech dem Sex
ausserhalb dem Bestietnes enthält. E Bahâ’i probéiert awer net, seng moralesch Wäerter deenen ze imposéieren, déi
d’Offenbarung vu Bahâ'u'llâh net akzeptéiert hunn. Op där enger Säit verlaangen d’Bahâ’i Léieren dass ee seng
moralesch Wäerter anhält, sief dat sexuell oder anescht. Op där aner Säit beuechten d’Bahâ’i Léieren och de Fait
dass de Mënsch schwaach ass. Dofir ass jiddereen opgeruff, Toleranz a Verständnes ze weisen, wann et ëm
d’Schwächt vum Mënsch geet. An deem Kontext wier et géint de Geescht vun de Bahâ’i Léieren, Homosexueller
mat Vimrteeler ze betruechten. Déi nächst puer Froen sinn iwwer d’Liewen an der Gemeng.
Ginn et Bahâ ’i Aktivitéiten, un deenen ech mech ka bedeelegen? Bahâ’i hu reegelméisseg Aktivitéiten, déi
jidderengem op stinn. Et sinn dat Gebiets- a Meditatiounsowenter, Aktivitéite fir Kanner a Jugendlech an aner
Projeten. Bahâ’i kommen a Studiekreesser zesummen, fir an enger partizipativer Approche d’Léiere vu Bahâ'u'llâh
unzegoen. Da ginn et Aktivitéite wou d’Bahâ’i Feierdeeg gefeiert a commémoréiert ginn. Do ass och jidderee
wëllkomm. Et ginn och genuch Geleeënheeten wärend gemittlechen Owenter, wou ee ka Froe stellen a méi kann
iwwer de Glawe kenneléieren.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 253 -
Wéi ass d 'Bahâ ’i Gemeng organiséiert? D’Liewen an der Bahâ’i Gemeng gëtt vun engem lokale Rot vun néng Leit
geréiert. Si sinn demokratesch gewielt, ouni Nominatioun oder Propaganda, an dat op lokalem, nationalem an
intemationalem Plang. Et sinn déi lokal geeschteg Réit, déi national geeschteg Réit, an op intemationalem Niveau,
d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet. Dobäi kommen emannte Conseilléen, déi de lokalen an nationale
Gemengen duerch hire Rot hëllefen a bäistinn. Am Bahâ’i Glawe gëtt et kee Clergé, keng Paschtéier. Lokal Bahâ’i
Gemengen treffe sech all 19 Deeg fir e Fest, eng Versammlung wou iwwer d’Aktivitéiten an der Gemeng berode
gëtt, wou een awer och zesumme biet an eng gemittlech Zäit matenee verbréngt.
Wéi bieden d’Bahâ ’i, wéi luewe si Gott? D’Bahâ’i veréiere Gott duerch d’Gebiet an d’Meditatioun. Si bedeelege
sech u Gebietsreuniounen an duerch aktiven Déngscht fir hir Gemeng. Eenzel soe si eent vun den dräi
Flichtgebieder all Dag, sou wéi Bahâ'u'llâh dat verschriwwen huet. D’Bahâ’i Schrëfte bidde vill Méiglechkeeten,
wéi een d’Gebiet gebrauche kann an et gi vill Gebieder fir déi ënnerschiddlechst Zwecker a Geleeënheeten.
Ausserdeem ass d’Aarbecht, sou soen d’Bahâ’i Léieren, wa se am Geescht vum Déngscht gemaach gëtt, eng
Manéier fir Gott unzebieden.
Wéi stinn d’Bahâ ’i géintiwwer anere Reliounen? Bahâ’i begéinen d’Unhänger vun all de Reliounen am Geescht vu
Léift a Frëndschaft. Sou verlaangt et och de Begrënner vum Glawen. Bahâ’i gesinn och keen eigentleche Konflikt
mat anere reliéise Gemeinschaften. Si gleewe jo, dass all déi offenbaart Glawensrichtungen hiren Urspmng aus
enger an der selwechter Quell kréien, nämlech Gott. An esou sinn och all d’Reliounen, hirem Wiesen no, just eng
Relioun.
355 D’Bahä’l: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 7/10
355st Emissioun - 23ten a 24te Mäerz 2007
Wou kommen d’Suefir d’Bahâ ’i Aktivitéiten a Projeten? All d’Aktivitéite vun der Bahâ’i Gemeng ginn duerch
fräiwëlleg Kontributioune vun den eenzelne Gleewegen ënnerstëtzt. Bahâ’i siche keng Fonge vun aneren a si
akzeptéiere keng Fonge vun anere fir Aktivitéiten, déi mat der intemer Entwécklung vun der Bahâ’i Gemeng ze
dinn hunn. Heiansdo gi Fonge vu privaten, nationalen oder intemationalen Agencen ugeholl. Dat ass dann, wa si fir
sozial an humanitär Initiative sinn. Dat sinn zum Beispill Schoulen oder landwirtschaftlech Projeten, déi dozou
déngen, der ganzer Gemeinschaft ze hëllefen.
Wéi eng Roll huet deen Eenzelnen am Bahâ ’i Glawen? D’Aarbecht vum Glawen kann een an dräi interaktiv a
komplementär Aktivitéiten andeelen: Dat wat deen Eenzelne mécht, dat wat d’Gemeinschaft mécht an dat wat
d’Institutioune maachen. Hei kritt d’Roll vum Eenzelnen eng wesentlech Bedeitung. Well den Erfolleg vun der
Gemeinschaft hänkt schlussendlech vum Eenzelnen of, vu senger Astellung géintiwwer de Léiere vu Bahâ'u'llâh.
Als Bahâ’i hëlt een éischtens emol Inititativen fir aneren de Glawe méi no ze bréngen an et beméit ee sech an et
hëlleft een, eng vereente Communautéit opzebauen.
Wéi gesinn d’Bahâ ’i d’Bestietnes an d’Famill? D’Famill ass de Kär vum Liewen an der Gesellschaft. De Fortschrëtt
vun der Gesellschaft ass ofhängeg vu Familljen, déi gutt fonktionéieren. D’Monogamie am Bestietnes tëschent
Mann a Fra ass d’Fundament vum Familljeliewen. Bahâ'u'llâh beschreift d’Bestietnes a seet: Et ass „engFestungfir
dat Gutt an eng Rettung“, op Englesch: „ a fortress of well-being and salvation “. E wesentlechen Zweck vum
Bestietnes ass et d’Kanner ze erzéien. Et ass awer net deen eenzegen Zweck.
Ginn et am Bahâ ’i Glawe Sekten oder Ofzweigungen? Bahâ'u'llâh huet eng Alliance établéiert, e Bündnes, dat de
Glawe virun der Divisioun schützt. Dëst Bündnes gouf geschaf fir d’Eenheet vu Sengen Unhänger no Sengem Doud
ze erhalen a fir eng Trennung ze verhënneren. D’Biindnes rifft all Bahâ’i op, sech zu Sengem eelste Jong, 'Abdu'l-
Bahâ ze dréien. Hien ass nämlech den emannten Ausleeër vu Senge Léieren. Duemo ass et Shoghi Effendi
gewiescht, den Hidder vum Glawe bis zu sengem Doud 1957. An haut ass et d’Universaalt Haus vun der
Gerechtegkeet, de gewielten intemationale Rot. Déi, déi sech net un dëst Biindnes halen, kënne sech net Bahâ’i
nennen. Obschonn Eenzelner probéiert hunn, d’Autoritéit op sech ze huelen, bleift d’Bahâ’l Gemeng eng eenzeg,
organesch vereente Communautéit, fräi vun Trennung a Fraktiounen.
Fiunn d’Bahâ ’i eng Plazfir ze bieden? Bahâ'u'llâh wollt, dat fréier oder spéider Haiser vun der Andacht vu grousser
Schéinheet iwwerall do gebaut ginn, wou Bahâ’i wunnen. All Haus vun der Andacht soll ëmgi sinn vun
Institutiounen, déi der Gesellschaft en Déngscht erweisen. Bis haut si siwen Haiser vun der Andacht gebaut ginn, op
mannst eent an all Kontinent. Wann och hiren architektonesche Stil anescht ass, deele si sech verschidde
Gemeinsamkeeten. All Haus vun der Andacht huet néng Agäng op néng Säiten a si sti ronderëm wonnerschéi Gäert.
Dobäi kann ee soen, dass d’Nummer néng déi héchsten Zuel ass, déi Vollstännegkeet oder Eenheet symboliséiert.
Dës Tempele si Plaze fir perséinlecht Gebiet a Meditatioun, genausou wéi kollektiv Ubiedung, wou helleg Schrëften
gesot a gesonge ginn.
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
356 A wéi eng Aktivitéiten engagéieren d’Bahâ’i sech, Deel 8/10
356st Emissioun, 30ten an 31ste Mäerz 2007. Aktivitéiten, déi anere vun Notze sinn.
- 254 -
E Bahâ’i verbréngt säi Liewen domat, sech selwer an d’Gesellschaft ze veränneren. Bahâ'u'llâh huet erkläert dass
Transformatioun dee wierklechen Zweck vun der Relioun ass. Hien huet ausserdeem dës Ëmwandlungen op
perséinlechem a sozialem Plang als interaktiv a complementaire beschriwwen. Dat eent geet mat deem aneren.
Wann Transformatioun dee wierklechen Zweck vun der Relioun ass, dann ass et och kloer: wann ech mech änneren,
wann ech zu engem bessere Mënsch ginn, da gëtt d’Gesellschaft och verännert. Ech liewe jo net aleng op enger
Insel. Dofir sinn d’Bahâ’i entschloss fir d’Kapazitéit vum Eenzelnen ze erweideren. Si si fest entschloss, dass
jidderen d’Méiglechkeet soll hunn, ze léieren. A wéi kann een dat besser maachen, wann net duerch Efforten, direkt
an der Communautéit. Ass dat net déi beschte Manéier, d’Gesellschaft ze verbesseren. Et ass an de Beräicher vun
der Erzéiung, der Landwirtschaft an der Santé, wou deen Eenzelnen encouragéiert gëtt a selwer d’Initiativ hëlt fir
eppes a senger Gemeng ze maachen. All dës Efforte fannen hir Inspiratioun an deem wat Bahâ'u'llâh dozou sot: dass
d’Mënschheet eng Eenheet ass an dass deen Eenzelne sech doflr asetzt; dass een alles probéiert, rassistesch oder
aner Virurteeler ofzeschafen; dass een eng universel Norm vu Mënscherechter adoptéiert; dass jiddereen eng
Erzéiung kritt; dass een d’Harmonie tëschent der Relioun an der Wëssenschaft unerkennt; dass ee sech niewent der
Mammesprooch op eng intemational Sprooch eens gëtt; an dass een eng Weltregierung op d’Bee setzt. Dat sinn déi
grouss Objektiver, déi grouss Ziler déi d’Bahâ’i uechter d’Welt versichen, an d’Realitéit ëmzesetzen. Si begéinen
och gären anerer, déi sech fir dës Ziler asetzen. Si schaffen zesummen mat Netregierungsorganisatiounen. Dat si
vimn allem och d’Vereenten Natiounen. Déi international Bahâ’i Communautéit ass do eng aktiv
Netregierungsorganisatioun.
An elo déi nächst Fro an eiser Serie Fro an Äntwert: Wéi eng Visioun vun der Zukunft Intnn d’Bahâ ’i? D’Visioun
vun der Zukunft fir d’Bahâ’I baséiert op engem fundamentale Verständnes. An zwar dass d’Mënschen erschaf
goufen, fir eng Zivilisatioun no vir ze bréngen, fir un enger Zivilisatioun ze schaffen, déi ëmmer weider geet, déi
ëmmer weideravancéiert. Et sinn d’Propheten, d’Manifestatioune vu Gott, déi vun Zäitalter zu Zäitalter kommen,
déi dëst Avancement virubréngen an encouragéieren. Bahâ'u'llâh huet verkënnegt dass d’Zäit komm ass fir
d’Mënschheet an all hirer Ënnerschiddlechkeet an Diversitéit, hiert Potential ze realiséieren fir als een eenzegt
Vollek ze liewen. E Vollek, dat eng Weltzivilisatioun schafe kann, déi op Gerechtegkeet a Fridde baséiert.
D’Offenbamng vu Bahâ'u'llâh gesäit dat vir.
Wéi stinn d ’Bahâ ’i géintiwwer der Politik?
Bahâ’i huelen hir Verantwortung als e Bierger eescht. Si respektéieren d’Autoritéit vun der etabléierter Regierung
duerch hir Loyalitéit. Si hale sech un d’Gesetzer vun hirem Land. Wa si sech och un de Regiemngswale bedeelegen,
enthale si sech vun der Parteipolitik. Si ginn also net Member vun enger politescher Partei oder Fraktioun. Bahâ’i
kënne wuel der Regierung an administrative Posten déngen. Si akzeptéieren awer keng politesch Posten a si stelle
keng Kanditatur fir e gewielte Posten. Senger Regiemng déngen refletéiert ganz gutt d’Fonktionnement an der
Bahâ’i Gemeng. Do gi Walen ofgehalen, déi fir déi administrativ Réit sinn. Et sinn dat Walen, déi ouni
Nominatioun, an ouni iergendwelleg Kampagne sinn.
357 Ginn d’Bahâ’i verfollegt? Deel 9/10
357st Emissioun 6ten a 7ten Abrël 2007. Déi éischt Unhänger vu Bahâ'u'llâh a Sengem Virleefer, de Bâb, hu bmtal
Oppositioun erlieft, ugestëppelt vum Clergé, a goufen zu dausenden ëmbmecht. Och nach haut leid de Bahâ’i
Glawen ënnert uerger Ënnerdréckung am Iran, do wou de Glawe gebuer ass, an och an e puer aner moslemesche
Länner. Am Iran sinn d’Bahâ’i déi gréisste reliéis Minoritéit. An de leschte Joere goufe vill vun hinnen ëmbruecht,
an an de Prisong gehäit. Si hunn net méi dierfte schaffen a si hate kee Recht méi op Erzéiung, an dat aus enger
eenzeger Uersaach: hire Glawen, si si Bahâ’i. Bahâ’i goufen och ënnert faschisteschen an kommunistesche Regimer
verfollegt.
Wat ass d’Ursaach vun de Problemer an der haiteger Welt? Am Duerchemeen, am Chaos, an an der Konfusioun,
déi een am Moment an alle Beräicher vum Liewe fënnt, an déi och nach ëmmer méi grouss ginn, an all deem gesinn
d’Bahâ’i zwee Prozesser, déi gläichzäiteg agéieren: et sinn dat déi lescht Häerzklappe vun enger aler Uerdnung, déi
et net méi fäerdegbréngt, den Ufuedemnge vun eiser haiteger Gesellschaft gerecht ze ginn an déi éischt Häerzklappe
vun enger neier Uerdnung, sou wéi den aktuellen Trend zur globaler Kooperatioun, dem globalen
Zesummeschaffen. Dësen Trend kritt Ënnerstëtzung vun enger Well vun neier Technologie a vum séiere Fortschrëtt
an de Beräicher vun der Wëssenschaft, Technologie, der Konscht. Si all hunn aus der Welt Nopere gemaach. Et ass
evident dass uechter d’Welt eng Kraaft amgaang ass, alles ze regeneréieren. Mee d’Mënschheet als e ganzt huet des
Realitéit nach net erkannt. Et ass dat eng Realitéit déi Bahâ'u'llâh erkläert huet. Sou laang mir dat net erkennen, sou
laang verlängere mir d’Léisunge fir d’Problemer vun eiser Zäit.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 255 -
Wat ass d ’Bahâ ’i Positioun géintiwwer dem Status vun de Fraen? D’Bahâ’i Schrëfte soe ganz kloer, dass et vum
spirituelle Gesiichtspunkt, keen Ënnerscheed gëtt tëschent Fraen a Männer. Et gëtt och keng Basis, sief dat
moralesch, biologesch oder sozial, fir d’Fraen ze diskriminéieren. Dofir gëtt eng wesentlech Gläichheet vu Rechter
a Méiglechkeeten tëschent deenen zwee assuréiert an encouragéiert.
Wéi gesinn d’Bahâ ’i d’Ëmweltkrisis? Mat Recht muss ee sech ganz vill Suergen ëm eis Ëmwelt maachen. Déi
kritesch Situatioun an där eis Ëmwelt am Moment ass, ass eng vun enger Zuel vu Problemer, déi vun eis all
verlaangt, dass mir eist Verhalen änneren. D’Bahâ’i gleewen dass d’Mënschheet zur Zäit an enger turbulenter
Transitiounsphase ass, eng Zäit déi eis zu enger vereenter globaler Gesellschaft féiert. D’Mënschheet kann an
Harmonie mat der natierlecher Ëmwelt liewen. Dofir muss si sech awer gläichméisseg ëm hir geeschteg a materiell
Potentialer bekëmmeren.
Wéi stinn d’Bahâ 7 zu de Mënscherechter? Vun der Gebuert aus un, huet all Mënsch Rechter. Dës Mënscherechter
musse fir jidderee gläich applizéiert ginn, an dat no enger universeller Norm. Bahâ'u'llâh leet vill Wäert op
d’Gerechtegkeet a Senge Schrëften; Gerechtegkeet fir eng global Gesellschaft, déi sech asetzt fir d’Eenheet vun der
Mënschheet. Et ass kloer dass wann d’Mënschheet soll eng sinn, dass mer dann och gläich Rechter fir jidderee
brauchen. D’Bahâ’i Léieren ënnersträichen dës Rechter fir deen Eenzelnen, an deem hie soll fair si mat sech selwer
an deenen aneren.
358 Wat ass d’Bahä’i Positioun géintiwwer der Aarmut ? Deel 10/10
358st Emissioun, 13ten a 14ten Abrëll 2007. Extremer vu Räichtum an Aarmut féieren net zu enger gerechter
Gesellschaft a mussen eliminéiert ginn. De Problem vun der Aarmut kann awer geléist ginn. D’Bahâ’l verstinn, dass
d’Entwécklung vun enger richteger Aarbechtskultur dozou ka bäidroen. Dat heescht dass een d’Aarbecht als eppes
soll kucken, woumat een aneren en Déngscht erweise kann. Dat gëlt sou gutt fir eng Botzfra wéi fir en Dokter.
Jiddereen hëlleft der Gesellschaft op seng Manéier, sou gutt wéi méiglech. Dës Astellung zu der Aarbecht brauch
awer d’Ënnerstëtzung vun enger gerechter Gouvernance an universel Erzéiung fir jiddereen ass néideg. Well
nëmme mat enger Erzéiung, wou d’Potentialer vum eenzelne kënnen erkannt an entwéckelt ginn, kann hie sech och
entfalen a säin Deel an der Gesellschaft bäidroen.
Wat ass d 'Bahâ ’t Konzept vun der Aarbecht? Bahâ’i gleewen dass Aarbecht, déi am Geescht vun engem Déngscht
un der Mënschheet gemaach gëtt, eng Form vu Gebiet ass. All d’Bahâ’i sinn opgefuerdert, hire Liewensënnerhalt ze
verdéngen, an deem si e Beruff ausüben, en Handwierk oder e Geschäft, an dass si hirer Gemeng en Déngscht
erweisen.
Wéi ass d ’Bahâ ’i Stellung géintiwwer der Wëssenschaft an dem technologesche Fortschrëtt? Fir d’Bahâ’i sinn
d’Wëssenschaft an d’Relioun zwee komplementar Systemer vu Wëssen. Si ergänze sech. Si ware vu jeehir déi
mächtegst Instrumenter fir d’Realitéit ze erfuerschen an d’Zivilisatioun weiderzebréngen. Wa mer wëllen eng
friddlech a gerecht Gesellschaft schafen, da brauche mir och eng harmonesch Interaktioun vun der Wëssenschaft an
der Relioun, wou jiddereng an hirer eegener Sphere agéiert.
Wien ass un der Spëtzt vum Bahâ 7 Glawen ? Bahâ'u'llâh huet e System vun demokratesch gewielte Réit geschaf, an
dat op lokalem, nationalem an internationalem Niveau. Un der Spëtzt vum Glawen ass d’Universaalt Haus vun der
Gerechtegkeet. Dat ass en intemationale Rot vun néng Leit. Dëse Rot gëtt vun de Membere vun all den nationale
Réit all fënnef Joer gewielt. Dësen héchste Gremium huet säi Sëtz um Bierg Karmel zu Haifa, an Israel, dem
hellege Land fir véier grouss Reliounen.
Souwäit zu de Froen an Äntwerten iwwer de Bahâ’i Glawen. Dir fannt all dës Froen um Intemet ënnert
www.bahai.org . Dëse Freideg den Owend invitéieren déi Steseler Bahâ’i op hire Gebietsowend, and dat um 8 Auer
am Porheem géintiwwer der Kierch. Jiddereen ass wëllkomm. Eemol am Mount invitéieren déi Steeseler Bahâ’i
iech op e Gebiets- a Meditatiounsowend, an dat am Porheem, géintiwwer der Kierch. Fir déi genau Datumer, mfft
am einfachste bei eis am Radio Ara un, dat ass den 222289. An elo presentéieren ech iech eng nei CD, speziell fir
all d’Frënn vum Chouer.
359 Stimmen Bahäs - Eng speziell Chorale, Deel 1/3
20ten an 21sten Abrëll 2007. Wëllkomm bei eiser 359ster Emissioun um Radio ARA. Ech si ganz frou, iech haut
kënnen eng relativ nei CD virzestellen. A fir eis Radio ARA Nolauschterer hunn ech kleng Iwwerraschung, oder e
klenge Cadeau, méi doriwwer zum Schluss vun der Emissioun.
Et ass de Bahâ’i Chouer aus Däitschland, deen dës CD erausginn huet. Hei dat éischt Stéck op der CD:
Allâh ’u’Abhâ. Et ass arabesch an heescht: Gott, deen Allherrlechen.
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-256 -
Dat 2t Stéck op der CD kennen déi meeschte Bahâ’l. Et ass e Gebiet: Blessed is the spot. Op Lëtzebuergesch geet
d’Gebiet esou: “Geseent ass den Uert, an d’Hans, an d'Plaz, an d’Stad, an d’Häerz, an de Bierg, an den
Ënnerdaach, an d’Hiel, an den Dall, an d’Land, an d’Mier, an d’Insel, an d’Wiss, wou Gott ernimmt a Säi Luef
verherrlecht gëtt. ”
Dat 3t Stéck ass och ganz bekannt. Et ass aus de Verbuergene Wierder vun Bahâ'u'llâh: ,, 0 Jong vum Geescht! Dat
hei ass Mäin éischte Rot: Dass du e rengt, guttmiddegt a stralend Häerz hues, sou dass du onvergänglech
Herrlechkeet kriss, onzerstéierbar an éiweg. “
360 Stimmen Bahâs - Eng speziell Chorale, Deel 2/3
360st Emissioun, 27ten an 28ten Abrëll.
Dat 4t Stéck ass e Gebiet fir Kanner vun 'Abdu'l-Bahâ, hei op Spuenesch gesongen. „ O Gott, leed mech, pass op
mech op, erliicht d’Luucht vu mengem Häerz a maach aus mir e stralende - Stär. Du bass dee Mächtegen an dee
Staarken. “
Dat 5t Stéck ass e Verbuergent Wuert vu Bahâ'u'llâh. D’Musek ass dës Kéier vum Petra Held. „ O Jong vun der
Existenz! Mat den Hänn vun der Muecht hunn Ech dech gemaach a mat de Fangere vun der Kraaft hunn Ech dech
erschaf; an an dech hunn Ech d’Essenz 1 vu mengem Liicht geluecht. Sief domat zefridden a sich soss näischt, well
Mäi Wierk ass perfekt a Mäi Gebot ass verbindlech. Sief dir dees gewëss an zweiwel net 2 . “
Dat 6t Stéck ass en Text vum Bâb. D’Musek ass vum Tom Price. „ O Gott, mäi Gott, deen, deen ech gären hunn. O
Gott, mäi Gott, de Wonsch vu mengem Häerz. ”
361 Stimmen Bahâs - Eng speziell Chorale, Deel 3/3
4ten a 5te Mee 2007. Dat 7t Stéck ass e Gebiet fir Heelung vun Bahâ'u'llâh. “Däin Numm ass meng Heelung, o mäi
Gott, an Denger ze gedenken 3 ass meng Medezin. No bei Dir ze sinn ass meng Hoffnung, an d’Léift fir Dech ass mäi
Geleet. Deng Baarmhäerzegkeet ass meng Heelung a meng Hëllef a béide Welten, an dëser an an där déi kënnt. Du
bass wierklech Deen, Dee ganz a guer gutt ass, deen alles weess afir alles eng Léisung kennt. ”
Dat 8t Stéck ass och nees e Gebiet, dës Kéier vum Bâb. Hei den Text op Lëtzebuergesch. “So: Gott geet alle
Saachen duer, an iwwer all Saachen ewech, an näischt an den Himmelen an op der Äerd, ausser Gott kann duer
goen. A Wierklechkeet ass Hie selwer deen dee weess, den Erhaler, den Allmächtegen. “
Dat 9t Stéck op der CD ass och ganz bekannt. Yâ Bahâ'u’l-Abhâ, Yâ Ali'u'l-Alâ. Et ass eng Invokatioun a bedeit: „ O
Du Herllechkeet vum Allgnädechsten, O Du Héije vu Gott. “
Dat 10t a virlescht Stéck op dëser CD ass en Text vun Bahâ'u'llâh. „Lass dir geniigen an Mir, ... Sief zefridde mat
Mir a sich keen aneren, fir dir ze hëllefen, well keen ausser Mir kann dirjee duergoen. "...
“Be thou content with Me and seek no other helper.For none but Me can ever suffice thee. ...
Sache te contenter de moi et ne cherche nul autre pour te secourir, carjamais personne en dehors de moi ne te
suffira. ...
Laß dir geniigen an Mir und suche keinen anderen Helfer, denn keiner außer Mir kann dirjemals genügen. “
An dat lescht Stéck op der CD ass eng Variatioun vun Allâh ’u ’Abhâ. D’Musek ass vum Lasse Thoresen.
362 Bahä’i Neiegkeeten, Deel 1/2
362st Sendung um Radio Ara, 1 Iten an 12te Mee 2007. Wëllkomm bei eiser 362ter Bahâ’i Emissioun um Radio
ARA. All Joer, Enn Abrëll, ginn zu Lëtzebuerg, wéi och an deene meeschte Länner op der Welt, d’Membere vum
Nationale Rot vun de Bahâ’i gewielt. Zu Lëtzebuerg war et dëst Joer déi 45st Nationalkonventioun am Bahâ’i
Zenter, allée Léopold Goebel an der Stad. D’Konventioun huet freides owes ugefaang a war sonndes nomëttes
fäerdeg. Bei der Konventioun geet et drëm, den Nationale Rot ze wielen, dat sinn am ganzen néng Memberen aus
der erwuessener Bahâ’f Gemeng zu Lëtzebuerg. Dat si bei eis am Land 266 Erwuessener. Si sinn alleguer op der
Wielerlëscht. Déi nonzéng Delegéiert op der Konventioun wielen also ënnert all den Erwuessenen am Land néng
Leit, fir an den nationale Rot.
1 d'Wiesen
2 dorunner
3 d’Erënnerung un Dech
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-257 -
D’Konventioun ass awer och geduecht fir dass all Interesséierte sech kann e Bild vun der Bahâ’i Gemeng maachen
a konstruktiv Suggestioune fir deen neien nationale Rot ka maachen. Dofir ass et och de Moment, wou déi
verschidde Comitéen, déi ënnert der Leedung vum Nationale Rot schaffen, hire Bilan zéien an hire Rapport ofginn.
Et gesäit een also hei, wéi gutt d’Gemeng och organiséiert ass. Et ass och bei der Konventioun, wou den héchste
Bahâ’i Gremium, d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet sech an engem Bréif un d’Bahâ’i vun der Welt riicht.
An deem Bréif fënnt een, zesummegefaasst, normalerweis dat, wat am leschte Joer geschitt ass a wat d’Pläng fir
d’Zukunft sinn. Fir de Message vun dësem Joer, also 2007, war et ganz kloer, wéivill Fortschrëtter an Efforten
d’Bahâ’i Gemengen uechter d’Welt gemaach hunn, fir de Glawen ze verbreeden an ze festegen. Zu der momentaner
Lag vun der Welt soe si dass d’Mënscheet sou néideg Besoinen huet, an dass wa si keng geeschteg Nahrung kritt,
ëmmer méi déif an d’Hoffnungslosegkeet fällt. An dass et dofir sou dréngend ass, dass all Bahâ’i sech senger
Verantwortung bewosst ass, de Bahâ’i Glawen ze léieren. 1
Ech duerf natierlech elo net vergiessen, iech d’Result vun der Wal vum Nationale Rot matzedeelen. Mat alle gëltege
Walziedele goufen déi 9 Membere gewielt. Dat sinn déi 3 Dammen, Berthy Schoos, Esther Zana-Nau a Marie-
Thérèse Tesch, an déi 6 Hären, Amir Saberin, Nazareno Gottardi, Hamid Baki, Fari Khabirpour, Claude Wiltgen,
Paul Arbab. Un den Nimm eleng héiert ee schonn, wéi verschidden d’Zesummesetzung vun dësem Nationale Rot
vu Lëtzebuerg ass. Hinne meng beschte Gléckwënsch a Wonsch, dass si d’Geschécker vun der Bahâ’i Gemeng zu
Lëtzebuerg mat Takt a Wäisheet vimbréngen.
Sou, an elo nach e puer Neiegkeete vun eisen Noperen. Et ass déi däitsch Bahâ’i Intemetsäit, déi sech ganz flott
erneiert huet. Ënnert www.bahai.de gesäit een direkt op der éischter Säit kuerz Portraite vu Bahâ’i, déi an
Däitschland liewen. Sou zum Beispill de Volker Grossmann, 45 Joer, vu Beruff Zänndokter. Seng Hobbye si Päerd
reiden an dauchen. An esou ass hie Bahâ’i ginn:
„ 1984, a Frankräich, an der Vakanz, hunn ech eng jonk Fra getraff, déi keen Interessi hat, mat Männer ze
schwätzen afir mech lass ze ginn, huet si mir iwwer d 'Bahâ Y Saach erzielt. De Contraire ass passéiert. Haut ass si
meng Fra! No e puer Méint wosst ech souvill, dass ech mech als Bahâ ’i erkläert hunn. Wat bedeit etfir mech
Bahâ Y ze sinn: Eng Bezéiung zu Gott ze hunn, eng Bestätegungfir richtegt Verhalen ze fannen an eng Féierung
duerch déi Helleg Schrëften. An natierlech och d’Gemeinschaft vun de Bahâ Y an der ganzer Welt. “ Da seet hien
dräi Grënn Bahâ’i ze ginn: Aktiven Déngscht an der Gesellschaft, eng kloer Bezéiung zu Gott duerch déi
authentesch Schrëfte vum Gottesoffenbarer an den Opbau vun enger zukunftsorientéierter Weltuerdnung.
Ech kënnt sougär nach weiderfüeren, mee mir hu bal keng Zäit méi. Just nach eng kleng Bahâ’i Erënnemng vum
Volker Grossmann: D’Nonzéngdeegfester an hirem Pionéierposten a Sibirien, déi sou schéin harmonesch waren,
dass si owes ugefaangen hunn a bis den nächsten Dag mëttes gedauert hunn.
Mat dëse flotte Beispiller vun einfache Mënschen, déi Bahâ’i sinn, kritt een direkt den Androck vun enger
dynamescher Gemeng, déi op ass, a sech gären no bausse wéisst. D’Faarwe vun der Säit sinn diskret haaptsächlech
wäiss mat e bësse giel bis hell orange. All kéiers, wann een d’Säit opmécht, kënnt en anere Portrait mat engem
anere klengen Zitat aus de Bahâ’i Schrëften. Sou zum Beispill: „Et soll kee sech mengen, wann hie säi Land gär
huet, mee wann hien d’ganz Welt gären huet. “ 2
363 Bahä’i Neiegkeeten, Deel 2/2
363st Sendung um Radio Ara, 18ten an 19te Mee 2007. Wëllkomm bei eiser 363ter Bahâ’i Emissioun um Radio
ARA. Haut e weidere Bléck bei eis däitsch Noperen an hir offiziell Bahâ’i Intemetpresenz ënnert www.bahai.de .
Mat dëse flotte Beispiller vun einfache Mënschen, déi Bahâ’i sinn, kritt een direkt den Androck vun enger
dynamescher Gemeng, déi op ass, a sech gären no bausse wéisst. D’Faarwe vun der Säit sinn diskret haaptsächlech
wäiss mat e bësse giel bis hell orange. All Kéier, wann een d’Säit opmécht, kënnt en anere Portrait mat engem anere
klengen Zitat aus de Bahâ’i Schrëften. Sou zum Beispill: „Et soll kee sech mengen, wann hie säi Landgär huet,
mee wann hien d’ganz Welt gären huet. “ 3
Hei e kuerze Portrait vum Anja Nicke. Hatt huet 33 Joer, ass vu Bemff Léierin, ass awer de Moment am Bahâ’i
Weltzentrum zu Haifa, Israel als Bénévol, am Beräich Management. So ass hatt Bahâ’i ginn.
„Meng Eltere sinn allebéid Bahâ’i an hunn hir Kanner an dësem Sënn erzunn. Dofir hunn ech mech ëmmer als
Bahâ ’i gesinn. Wéi ech no der Schoul mat 18 vun doheem fortgaang sinn, koum de Moment, mech selwer an
1 Ridvan 2007, Para 5
2 Bahâ'u'lläh
3 Bahâ'u'llâh
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 258 -
d’Hand ze huelen. Dat war d'Zäit, wou ech ugefaangen hunn, ganz bewosst fir meng Bezéiung zu Gott
Verantwortung ze iwwerhuelen. “
Wat bedeit et fir mech Bahâ Y ze sinn? Et bedeit, sou seet d’Ana, Gott duerch säi fir d’lescht geschéckten
Offenbarer, Bahâ'u'llâh versichen ze erkennen; dat heescht och all Dag duerno ze striewen, dat eegent Liewen
ëmmer méi mat de Léiere vu Bahâ'u'llâh an Eeklang ze bréngen an am Opbau vun enger neier Kultur matzewierken,
déi dem wierkleche Mënschsinn entsprécht an esou e Kader setzt, an deem all Mënschen d’Méiglechkeet kréien, dat
Potential ze entfalen, dat si vu Gott kruten.
Dräi gutt Grënn, Bahâ 7 ze ginn. D’Bezéiung, déi mir mat Gott hunn, ass déi wichtegst vun eisem Liewen, well
doduerch léiere mir iwwer d’Wierklechkeet vun alle Saachen an der Welt an iwwer eis eege Wierklechkeet. Ëmmer
méi doriwwer ze léiere bedeit, ëmmer méi iwwer eis selwer ze léieren an doriwwer, firwat mir eigentlech op der
Welt sinn. Bahâ'u'llâh ass dee fir d’lescht geschéckten Offenbarer vu Gott, a bréngt eis esou eist Wëssen iwwer Gott
op den neitste Stand.
D’Léiere vu Bahâ'u'llâh si wouer, an et ass ëmmer gutt, sech der Wourecht opzemaachen.
Bahâ'u'llâh weist eis, wéi stralend d’Zukunft ass, déi fir d’ganz Mënschheet bestëmmt ass, an och, wat ze maachen
ass, fir zu dëser Zukunft ze kommen. Wie Bahâ’i ass, kuckt optimistesch an hoffnungsvoll an d’Zukunft, a kann am
Kader vun dëser Visioun zu ville gudde Saachen am Groussen an am Klenge bäidroen.
A fir dëse Portrait vum Anja ofzeschléissen, hei säi Lieblingstzitat: „Dofiir befäeg mech, O mäin Här, aus Léift zu
Dir an ëm däi Wuelgefalen wëllen ze kuclcen, wat s du gären hues. “
Fir ofzeschléissen nach eng Neiegkeet vu méi wäit. Den 1 lte Mee am Spidol zu Apia ass seng Altesse Royale
Susuga Malietoa Tanumafili II am Alter vu 94 Joer gestuerwen. Hie war Bahâ’i an ee vun deenen am längste
regéierende Monarche vun der Welt. Den héchste Bahâ’i Gremium schreift an enger Botschaft iwwer hien: „Säin
Déngschtfir d’Mënsche vu Samoa als Staatsoberhaupt huet sech duerch seng héich Prinzipie charakteriséiert, säin
opriichtegt Matgefill a sengperséinlech Bescheidenheet a senger Suergfird’Wuel vu jidderengem. “
Zënter der Onofhängegkeet vu Samoa vun Neiseeland 1962, war hien de Staatschef vu sengem Land. Hie war och
den éischte regéierenden Herrscher weltwäit, dee Bahâ’i gouf.
364 Buchvirstellung: D’Trap zum Gléck, Deel 1/2
364st Sendung um Radio Ara, 25ten an 26te Mee 2007. Wëllkomm bei eiser 364ter Bahâ’i Emissioun um Radio
ARA. Um Programm ass haut eng Buchvirstellung aus dem Fischer Verlag: Die Treppe zum Gliick, 50 Antworten
auf die grossen Fragen des Lebens.
Geschriwwen ass d’Buch vum Nossrat Peseschian an dem Raymont Battegay, zwee bekannte Psychotherapeute mat
grousser praktescher Erfarung. Si ginn Äntwerten, net abstrakt, awer ëmmer direkt op eis Liewenswierklechkeet
bezunn. Déi gutt Neiegkeet: fir eis Radio Ara Nolauschterer hu mir zwee Bicher am Studio. Alles wat dir musst
maachen, ass, mir no der Sendung unzeruffen, an dat um 691334210.
D’Froen, déi d’Buch stellt, si wierklech interessant. Wéi fannen ech dat richtegt Verhältnes tëschent Aarbecht a
Famill? Wéi fannen ech Kraaft, wann ech meng Aarbecht verléieren? Wouhir weess ech, wien ech wierklech sinn?
Wéi üben ech Geloossenheet? Wéi ginn ech mam Verloscht vun enger Persoun ëm, déi ech gär hunn? Kann een dat,
wat ee verpasst huet, nohuelen?
Dir frot iech vläicht, firwat dës Buchvirstellung an eiser Bahâ’i Emissioun. Dat ass ganz einfach; Den Nossrat
Peseschkian, ee vun den Auteure vum Buch ass Bahâ’i. Hien ass och Begrënner vun der Positiver Psychotherapie.
Hie wunnt net wäit vun eis ewech, bei Frankfurt an d’lescht Joer krut hien d’Bundesverdienstkreuz.
An der Aféierung zum Buch schreiwen si dat heiten: De Mënsch, wéi och ëmmer hie psychesch a kierperlech ass,
an a wéi enge soziale Bedingungen hien och lieft, huet, ausser an enger schwéierter Depressioun, ganz déif a sech
selwer d’Hoffhung, dass hien och nees eng besser Zäit erliewe wäert. Hoffnung ass mat engem Liichtstral ze
vergläichen, deen souguer dacks nach da liicht, wann de Mënsch vu Misär ëmginn ass. Déi eng gesinn d’Hoffnung
an hirer irdescher Zukunft, déi aner, wa si vun dëser Welt Äddi soen, fir an eng gëttlech Gerechtegkeet opgeholl ze
ginn. Déi Depressiv brauchen äerztlech Hëllef an d’Ënnerstëtzung vun hirem Ëmfeld als Zeeche vun der Hoffnung.
Ganz allgemeng dat heiten: Wa mir eis op eis selwer zréckzéien, da fille mir eis eleng. Mir sinn emol ebe Wiesen,
déi dat mënschlecht Mateneen an Zouneigung brauchen. Wann dëst Buch de Lieser ka Mutt ginn, fir op hir
Matmënschen zouzegoen an hir Problemer mateneen ze léisen, da hu mir eist Zil erreecht.
1 Bahâ’u'llâh
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 259 -
Komme mir elo zur Andeelung vum Buch. Et gi 50 grouss Liewensfroen am Buch beäntwert. Fir d’éischt Fro,
duerno eng kleng Geschicht, dann eng kuerz Erklärung an zum Schluss en Zitat.
An zum Schluss vun dëser Emissioun eng Geschicht fir mat op de Wee, aus dem Buch: An d’Waasser kucken.
Jidderee vun eis, huet genausou wéi d’Waasser, d’Kraaft sech ëmmer nees ze emeieren. E Schiiler am alen Orient
huet eng Kéier e Weise gefrot: ,,Du stees elo scho sou laang virun dësem Floss an du kucks an d’Waasser. Wat
gesäis de dann nëmmen do? “
De Weisen huet him net geäntwert. Hien huet riicht weider op dat stréimend Waasser gekuckt. Zum Schluss huet
hie gesot: „D’Waasser léiert eis, wéi mir liewe sollen. Wouhinn etfléisst, bréngt et Liewen a verdeelt sech un all
déi, déi senger brauchen. Et ass gnädeg a generéis. D ’Ongläichheete versteet et auszegläichen. Et ass gerecht.
Ouni a sengem Laf ze zécken, stierzt et sech an d’Déift. Et ass couragéis. Seng Uewerfläch ass glat a gläichméisseg,
mee et ka verbuergen Déifte schafen. Et ass weis. Fielsen, déi sengem Laf entgéintstinn, ëmfléisst et. Et verdréit
sech mat jidderengem. Awer seng Kraaft ass Dag an Nuecht um Wierk, fir d ’Hinderniss ewechzehuelen. Et huet vill
Ausdauer. Wéivill mol dréint a kéiert et sech, ouni d’Richtung zu sengem éiwegen Zil aus den Aen ze verléieren,
dem Mier. Et ass zilbewosst. A soudacks et knaschteg gëtt, beméit et sech nees ze propper ze ginn. Et huet d’Kraaft,
sech ëmmer nees ze erneieren. Dat alles sot de Weisen, „ ass et, firwat ech op d’Waasser kucken. Et léiert mech
dat richtegt Liewen. “.
365 Buchvirstellung: D’Trap zum Gléck, Deel 2/2
365st Sendung um Radio Ara, lten an 2te Juni 2007. Wëllkomm bei eiser 365ter Bahâ’i Emissioun um Radio ARA.
Um Programm ass haut eng Buchvirstellung aus dem Fischer Verlag: Die Treppes zum Glück, 50 Antworten auf die
grossen Fragen des Lebens.
Geschriwwen ass d’Buch vum Nossrat Peseschkian an dem Raymont Battegay, zwee bekannte Psychotherapeute
mat grousser praktescher Erfahrung. Si ginn Äntwerten, net abstrakt, awer ëmmer direkt op eis
Liewenswierklechkeet bezunn.
Den Usaz vum Buch ass vum positive Mënschebild geprägt. All Mënsch gouf eedel erschaf a kmt dohir
d’Méiglechkeet, säin eedelt Wiesen ze entfalen, seng verbuergen Eegeschafte siichtbar ze maachen, seng kreativ
Fäegkeeten ze entwécklen an déi therapeutesch a Selbsthëllefméiglechkeet, déi an him leien, ze notzen.
Ee vun den Auteuren ass iwweregens Bahâ’i a Begrënner vun der Positiver Psychotherapie. Wosst dir, dass de
Begrëff „Positiv“ sech aus dem latengesche positum ofleet. Dat bedeit: dat Tatsächlecht, dat wat virginn ass.
„ Gesond ass net deen, dee keng Problemer huet, mee deen, deen an der Lag ass, mat de Problemer fäerdeg ze
ginn. “
Dëst Buch versicht ganz konkret, Wäisheeten aus dem Orient mat psychotherapeuteschen Erkenntnisser aus dem
Okzident ze vereenen. An a ville Geschichten a Liewenswäisheete fënnt een eng gutt Portioun Humor, eng Oas vun
Enstpanung.
An elo e klengt Zitat aus dem Talmud, de jiddesche Schrëften: Wien ass weise? Een, dee vun engem léiert. Wien ass
staark? Een, dee sech selwer iwwerwënnt. Wien ass räich? Een, dee mat deem zefridden ass, wat en huet. Wien ass
éierbar? Een, deen d’Mënschen an Eier hält.
Komme mir elo zur Andeelung vum Buch. Et gi 50 grouss Liewensfroen am Buch beäntwert. Fir d’éischt Fro,
duemo eng kleng Geschicht, dann eng kuerz Erklämng an zum Schluss en Zitat. Hei eng Fro, déi sécher e puer vun
iech interesséieren: Wéi fannen ech Kraaft, wann ech meng Aarbecht verléieren?
D’Geschicht ass hei eng Metapher fir dat positiivt Verhalen. Positiivt Verhale léisst sech duerch folgend Situatioun
beschreiwen. E Mann huet gemierkt, dass e Scholden huet. Dëse Gedanke huet him keng Rou gelooss, an e konnt
owes net méi schlofen. Hie kmt Depressiounen a wollt sech d’Liewen huelen. Dat huet hien engem gudde Frënd
erzielt. Deen huet gedëlleg nogelauschtert. Duemo huet hien awer net iwwer d’Scholde geschwat. Dat huet de Mann
ganz verwonnert. Säi Frënd huet vun deem geschwat, wat de Mann nach alles hat. Suen, déi hien nach hat a vun de
Frënn, déi bereet waren, him ze hëllefen. Op eemol huet de Mann seng Situatioun mat aneren Ae gesinn. Andeems
hie seng Energie net méi mat de Gedanken un d’Scholde verschwennt huet, mee un dat geduecht huet, wat hien
nach alles hat, huet hien déi néideg Kraaft fonnt, säi Problem ze léisen.
No der Geschicht kënnt dann eng nëtzlech Erklärung vun engem vun den zwee Auteuren, wou d’Thema kuerz
behandelt gëtt. An dëser Fro: Wéi fannen ech Kraaft, wann ech meng Aarbecht verléieren, liest een:
De bemfflechen a private Beräich duerchdrénge sech géigésäiteg. Ginn et elo Problemer an der berufflecher
Situatioun, muss ee sech fir d’éischt zwou Froe stellen:
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 260 -
Ass déi berufflech Situatioun selwer d’Ursaach heifir oder gëtt et villméi eng Stéierung vun der ganzer
Perséinlechkeetsökonomie?
Ofschléissend liest een zu dësem Thema: Fir am Liewe glécklech ze sinn, musse véier Aspekter am Gläichgewiicht
sinn. Wa mir eis op dëser Wo zevill an d’Krankheet geroden, zevill an d’Aarbecht, zevill an d’Gesellegkeet oder
d’Einsamkeet, oder zevill an Dreem, Phantasie, reagéiert de Mënsch mat physeschen oder psycheschen
Erkrankungen. Mir brauchen also e Gläichgewiicht a véier Beräicher: eise Kierper, eis Aarbecht oder eis
Leeschtung, eise Kontakt mat aneren an eis Phantasie. Et gëllt also, opzepassen, dass dës véier Aspekter vun eisem
Liewen am Gläichgewiicht bleiwen.
Ofschléissend am Buch zum Thema dann en Zitat, hei vum Mark Twain: „D’Geheimnis vum Virukommen läit am
Ufänken.D ’Geheimnis vum Ufänken läit am Opdeele vu komplizéierten Aufgaben a kleng Aufgaben, fir da mat der
éischter Aufgab unzefänken. “
367 Tragescht Busakzident vu Steeseler Schoulkanner
367st Sendung um Radio Ara, 15ten an 16te Juni 2007. Wëllkomm bei eiser 367ster Bahâ’l Emissioun um Radio
ARA. An dëser Emissioun géif ech gären de Kanner gedenken, a speziell de Steseler Kanner, déi dësen
Donneschdeg e schlëmmt Akzident mam Autobus haten. Et si vläit Steeseler ënnert iech an ech kann iech soen, dass
et mir en Donneschdeg den Owend e bësse komesch war, wéi ech duerch d’Duerf gefuer sinn. Dir wësst et vläit net,
awer ech si schliesslech e Steeseler, also e Mëllerefer, wann ee wëll genau sinn. A wéi ech deen Owend duerch
d’Duerf gefuer sinn, war et just de Moment wou d’Kanner mat hiren Elteren heemgoungen. Et war bestëmmt eng
Versammlung fir si zu Stesel. Et war scho bal däischter, mee et konnt een awer d’Tréinen erkennen, déi midd an
traureg Gesischter an de Schock, dee si deen Dag, dee Moment erfueren hunn.
Dobäi ass et jo net sou, wéi wa mir net all Dag an den Neiegkeete vu schlëmm Akzidenter géingen héieren, Leit déi
sech haassen a sech géigesäiteg doutmaachen. Mee all dat ass dacks zimlech wäit ewech vun eis.
Ech wëll an dëser Emissioun just kuerz Gebieder aus de Bahâ’l Schrëfte liesen. E Gebied fir déi Verstuerwen, e
Gebied wann een a Schwieregkeeten ass, e Gebied fir Heelung, an e puer kuerz Gebieder fir Kanner.
„Erlab, o mäin Här, dass déi, déi zu Dir eropkomm sinn, an Dir en Ènnerdaach fannen, dem beschte Komerod, an
dass si am Schiet vum Tabernakel vun Denger Majestéit an am Hellegtum vun Denger Herrlechkeet wunnen.
Verbreet Du iwwer si, o mäin Här, vum Mier vun Denger Verzéiung, wat si wierdeg mécht an Dengem allerhéchste
Kinnekräich ze wunnen, soulaang wéi Deng Herrschaft dauert. Du bass mächteg ze maache wat Dir gefällt. “
Bahâ’u’llâh
„ Gëtt et een, dee Schwieregkeeten ewechhëlt ausser Gott? So: Gelueft sief Gott! Hien ass Gott! Si sinn all Seng
Dénger, an all hale sech u Säi Gebot. “ Bâb
« Dis: Dieu sufftt â tout, au-delâ de tout, et rien, ni dans les cieux ni sur la terre, sauf Dieu, ne peut sufftre. En
vérité il est en lid-mëme Celui qui sait, le Soutien, l'Omnipotent. » Bâb
„Däin Numm ass meng Heelung, o mäi Gott, an Denger ze gedenken 1 2 3 ass meng Medezin. No bei Dir ze sinn ass
meng Hoffnung, an d ’Léiftfir Dech ass mäi Geleet. Deng Baarmhäerzegkeet ass meng Heelung a meng Hëllef a
béide Welten, an dëser an an där déi kënnt. Du bass wierklech Deen, Dee ganz a guer gutt ass, deen alles weess a
fir alles eng Léisung kennt.,, Bahâ’u’llâh
„ O Gott! Erzéi dës Kanner. Dës Kanner sinn d’PIanzen aus Dengem Bongert, d’Blumme vun Denger Wiss,
d ’Rouse vun Dengem Gaart. Looss Däi Reen op si falen: looss d’Sonn vun der Wierklechkeet mat Denger Léift op si
schéngen. Looss Deng Lëftcheir si erfrëschen, fir datt si erzu ginn, wuessen, opginn a sech a gréisster Schéinheet
entfalen. Du bass deen, dee gëtt. Du bass dee Matleedvollen. “ ‘Abdu’l-Bahâ
„ O Här ! Looss dëse jonke Mënsch stralen, a sief generéis géintiwwer dësem Schwaachen. Schenk him Wëssen, gëff
him all Mueren zousätzlech Stäerkt a behitt hien am Ënnerdaach vun Denger Protektioun, fir dass hie fräi gëtt vun
all Iertum, sech dem Déngscht un Denger Saach higëtt, déi Onduge 4 leet, déi Onglécklech féiert, déi Gefaange
befreit, an déi Oniwwerluegt 5 erwächt, fir dass si all mat Dengem Gedenken an Dengem Luef geseent ginn. Du bass
de Mächtegen an de Staarken. “ ‘Abdu’l-Bahâ
1 d’Erënnerung un Dech
2 Däi Wëndchen
3 erschéngen
4 Widderspensteg
5 insouciants, Liichtfankeg
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-261 -
368 Summerfest 2007 am Bahâ’f Haus vun der Andacht
368st Sendung, 22sten an 23ste Juni 2007. Loftballone fir d’Welt, international Spezialitéiten an ënner Rou, dat ass
dat 12t grousst Summerfest am Bahâ’i Haus vun der Andacht zu Hofheim/Langenhain an Däitschland. Dëse
Sonndeg, 24te Juni invitéiert déi däitsch Bahâ’i Gemeng zu hirem Summerfest. Tëschent 11 Auer moies a 6 Auer
owes gëtt op de Wise ronderëm dem europäesche Bahâ’i Haus vun der Andacht fir Kanner an Erwuessener en
ofwiesslungsräichen a multikulturelle Programm gebueden.
Ganz nei ass dëst Joer de Loftballonconcours. All Loftballon kritt eng Postkaart mat op de Wee, an dat mat der
Méiglechkeet, zréckzeschreiwen. D’Organisateure si scho ganz gespaant, wéi wäit se da fléie wäerten. Um halwer
fënnef ginn d’Ballonen un d’Kanner verdeelt, déi se da kënne fléie loossen.
Et gi méi wéi 2500 Leit aus ganz Europa erwaart, dorënner sinn och scho 54 Bahâ’i an hir Frënn aus Frankräich.
Normalerweis trëfft een och e ganze Koup Lëtzebuerger, déi de Wee fannen. Et ass viru Frankfurt, wat mam Auto
net méi wéi zwou an eng hallef Stonnen dauert.
De Bühneprogramm ass ganz verschidden. Wéi d’lescht Joer ass déi beléiften amerikanesch Bluesgrass-Sound
Band Grass Unlimted dabei. Awer och jonk Kënschtler presentéiere sech; do gëtt et eng Rap Grupp an
d’Akkordeon Orchester vun der Fortissimo Schoul fir Musek a Konscht. Op dem Programm fënnt een och eng
Feiershow, perseschen Danz- a Gospelmusek.
Spaass fir d’Kanner gëtt et natierlech och mat enger Rollenrutschbahn, enger Hüpfburg, Bastelstänn,
Kannerschminken an engem Kannerkarussell. Intemational Spezialitéiten suerge fir de gudden Appetitt.
E bësse Rou mat all dësen Aktivitéite fënnt de Visiteur am europäeschen Haus vun der Andacht zweemol deen Dag;
eng Kéier vum halwer dräi an um véier. Am Gebai, wou vill Luucht derduerch geet, a vun deenen et weltwäit de
Moment nëmme 7 Stéck gëtt, ginn Texter aus den hellege Schrëfte vun de grousse Relioune gelies an d’Bahâ’i
Chorale Stimmen Bahâs sangen. Si waren iwweregens kierzlech bei eis am Land, eng Kéier zu Beggen am Centre
Culturel an zu Schëtter an der Kierch. Hinnen alleguer op dëser Plaz meng Gléckwënsch. Si hunn de 17te Mee zu
Lëtzebuerg den lten europäesche Präis mat Distinctioun kritt.
D’Haiser vun der Andacht gläiche sech an hirer Bauform. Si sinn op fir all Mënsch, dee Rou oder Meditatioun sicht,
oder sech am Gebiet Gott zoudréine wëll. Bei den Andachten ass jidderee wëllkomm, egal wat seng Iwwerzeegung
ass an et ginn Texter aus de grousse Relioune virgedroen.
Wann dir iech ugesprach fillt a vläicht wëllt matfueren, da mellt iech elo bei mir a mir kucken op mir nach Plaz
hunn. Rufft mir am beschten un, an dat um 691 334210.
Ofschléissend nach e Gedanke fir all déi, déi dëslescht am Busakzident gelidden hunn an nach leiden; schliesslech
fir all déi, déi hiert Liewe gelooss hunn: En Text aus de Bahâ’i Schrëften, deen eis Hoffnung bréngt:
„Wann de Kierper eng Ännerung iwwer sech ergoe léisst, ass de Geescht net onbedéngt dovu betraff. Wann dir e
Stéck Glas briecht an deem d’Sonn sech refletéiert, ass d’Glas futti, awer d’Sonn blénkt ëmmer nach virun.
Wann de Käfeg an deem e Vugel ass,futti gemaach gëtt, geschitt dem Vigelchen näischt. Dee selwechte
Raisonement trëfft zoufir de Geescht vum Mënsch. Och wann den Doud säi Kierper futti mécht, huet hie guer keng
Muecht iwwer säi Geescht. Deen ass éiweg, geet net futti, an ass zu gläicher Zäit ouni Ufank an ouni Enn. “ 1
369 Zesummestellung vun Texter aus de Bahä’i Schrëften, Deel 1/4
Zitater, lten Deel, 369t Emissioun um Radio ARA, 29ten an 30te Juni 2007
„ Geheit iech an d’Mier vu Menge Wierder, fir dass dir seng Geheimnisser enthülle kënnt, an all d’Perle vun der
Wäisheet entdecke kënnt, déi a sengen Déifte verbuerge leien. “ 45
« Plongez-vous dans l'océan de mes paroles afin d'en pénétrer les secrets et de découvrir toutes les perles de
sagesse que recèlent ses profondeurs. »
D’Zil vun all Offenbarung. Wa Gott seng Propheten zu de Mënsche schéckt, ass dat wéinst zwou Ursaachen. Déi
éischt ass déi, d’Mënschekanner aus dem Donkel vun der Onwëssenheet ze befreien a si zum Liicht vum wierkleche
Verstoen ze féieren, déi zweet, de Fridden an d’Rou vun der Mënschheet ze sécheren an all Mëttel bereetzestellen,
fir dass déi béid erreecht kënne ginn.
1 L ’art divin de vivre, Bahâ'u'llâh
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 262 -
« Chaque prophète que le tout-puissant Créateur a décidé d'envoyer aux peuples de la terre reqoit avec son
message la mission d'agir de lafaqon qui convient le mieux au temps dans lequel il apparait. »
"D ’Zil dat sech am Fong vun der Offenbarung vun all hellegem Buch befënnt, wat soen ech! vun all Vers vu
gëttlecher Offenbarung, ass déi, d ’Häerzer vun de Mënschen dem Gefill vun der Gerechtegkeet opzemaachen an
zugläicher Zäit hir Intelligenz ze erwächen, fir dat de Fridden an d ’Rou sech ënnert hinnen all voll a ganz
etabléiere kann. Alles wat hinne Vertraue gëtt, alles wat hir Stuf erhéicht a si méi zefridde mécht, gëtt an den Ae
vum Härgott unerkannt. Wéi erhuewen ass déi Stuf déi de Mënsch erreeche kann, wann e sech entschléisse géif,
seng Bestëmmung ze erfëllen, mee zu wéi engen Déifte vun Erniddregung bréngt hien et fäerdeg, erofzegoen,
Déiften déi déi niddrégst Kreaturen ni erreecht hunn. Ergréift d’Geleeënheet, O Frënn, déi dësen Dag iech ubitt an
enthaalt iech net de generéisen Ausgëss vun der gëttlecher Gnod. Ech bieden den Här dass hie jidderengem vun
iech et erméiglecht, an dësem geseentenen Dag, sech mam Mantel vu rengen an hellege Wierker schéin ze maachen.
Hie mécht a Wierklechkeet wat Hie wëll. ” Bahâ’u’llâh
« L ’objet qui se trouve â la base de la révélation de tout livre céleste, que dis-je! de chaque verset de révélation
divine, est d’ouvrir le coeur des hommes au sentiment de la justice et d’éveiller en mëme temps leur intelligence,
afin que la paix et la tranquillité puissent fermement s ’établir entre eux tous. Tout ce qui leur inspire confiance, tout
ce qui exalte leur condition et accroit leur contentement est recevable auxyeux de Dieu. A quelles sublimes
hauteurs l’homme sepourrait élever s ’il se décidait â remplir sa destinée; mais â quelles profondeurs
d’avilissement ne peut-il pas descendre, profondeurs que les plus infimes des créatures n ’ont jamais atteintes.
Saisissez, o amis, la chance que ce jour vous offre et ne vous privezpoint des généreuses effusions de la grâce
divine. Je prie le Seigneur qu ’Il rende chacun de vous capable de s ’orner, en ce jour béni, de la parure des oeuvres
pures et saintes. II fait, en vérité, ce qu ’Il veut. » Bahâ’u’llâh
370 Zesummestellung vun Texter aus de Bahä’i Schrëften, Deel 2/4
Zitater, 2ten Deel, 370t Emissioun um Radio ARA, 6ten a 7te Juli 2007. « Si ton esprit se libère ... »
"Ech kann dir versécherern, O Dénger Gottes : Wann däi Geescht eidel a reng gëtt vun alle Wierder a Gedanken a
wann däin Häerz ganz zum Räich Gottes higezu gëtt, wann en alles ausser Gott vergësst a sech mam Geescht
Gottes ënnerhält, da wäert den Hellege Geescht dir mat enger Kraaft bäistoen, déi dech fäeg mécht, alles ze
duerchkucken. Wéi e grelle Fonken, deen alles ronderëm sech méi hell mécht, wéi eng stralend Flam um Zenit vun
den Himmelen, wäert en dech dat léieren, wat s du net weess iwwer d’Tatsaache vum Universum a vun der helleger
Doctrine. ” 1
"A Wierklechkeet soen ech dir, all Séil, déi sech haut erhieft fir aner op de Pad vun der Sécherheet ze leeden a si
mam Geescht vum Liewen ze erfëllen, wäert den Hellege Geescht dës Séil mat Unhaltspunken a Beweiser
inspiréieren a vum Räich Gottes wäerten d’Liichter op se erofstralen. ”
« Je puis t'affirmer, 6 serviteur de Dieu, que si ton esprit se libère de toute mention et de toute pensée, si ton coeur
se tourne complètement vers le Royaume, s'il oublie tout, excepté Dieu, et entre en communion avec Lui,jepuis
t'affirmer que TEsprit-Saint t'assistera avec une tellepuissance que tu pourraspénétrer le secret de toutes choses.
L'Esprit sera avec toi, comme un scintillement éblouissant qui éclaire â la ronde, comme uneflamme brillante au
zénith des cieux, et II t'instruira des choses que tu ignores au sujet de l'Univers et de la Doctrine Divine. »
« En vérité je le dis, chaque âme qui se lève aujourd'huipour guider les autres vers le Sentier de la sécurité etpour
leur infuser l'Esprit de vie, cette âme sera inspirée par TEsprit-Saint et cela d'une faqon évidente, avec faits et
preuves â l'appui; et du Royaume de Dieu, des faisceaux de Lumière seront projetés sur elle. » 46
Erzéiung: “Betruecht de Mënsch wéi e Biergwierk, räich un Eedelsteng vun onschätzbarem Wäert. Nëmmen
d’Erzéiung ka bewierken, dass all dës Eedelsteng an him zum Virschäi kommen an dass d’Mënschheet dorauser
Notzen zéie kann. “
« Voyez en l’homme une mine riche en gemmes d’une inestimable valeur. Mais, seule, l’éducation peut révéler les
trésors de cette mine etpermettre â Thumanité d’en profiter. » Bahâ’u’llâh
Fraen : “Soubal d’Fraen ëmfaassend a gläichberechtegt d’Verhältnesser vun der Welt matgestalten, soubal si
zouversiichtlech afäeg déi grouss Arena vum Recht an der Politik betrieden, wäert de Krich ophalen. ”
«II arrivera alors, lorsque les femmes participeront pleinement et â égalité avec les hommes aux affaires du monde
et entreront avec assurance et compétence dans la grande arène des lois et de la politique, que la guerre cessera,
... »
1 Léier
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 263 -
Léift: “Léift ass eng Luucht, déi ni an engem ängschtlechen Häerz wunnt. “ « L ’amour est une lumière qui ne luit
jamais dans un coeur apeuré. »
371 Zesummestellung vun Texter aus de Bahä’i Schrëften, Deel 3/4
Zitater, 3ten Deel, 371t Emissioun um Radio ARA, 13ten a 14te Juli 2007. Wéi mir liewe sollen.
„Loosst all Moie besser si wéi den Owend virdrunn an all neien Dag méi räich wéi de viregen. De Wäert vum
Mënsch läit am Déngscht an an der Dugend, net am Prunk vum gudde Liewen an am Räichtum. “
« Que chaque matin soit meilleur que la veille et chaque lendemain plus riche que le jour précédent! Le mérite de
l’homme repose sur le service et la vertu, et non sur le déploiement des biens et des richesses. »
D’Kraaft vu Gott: “Dausende vun Diere mécht Hien op, wou de Mënsch emol net amstand ass, sech och nëmmen
eng virzestellen. ” «II ouvre des milliers de portes alors que l’homme est incapable d’en imaginer ne serait-ce
qu ’une seule. »
„Geschwë sinn eis puer Deeg, eist vergänglecht Liewen, eriwwer, a mir ginn, mat eidlen Hänn, an d’Lach watfir
déi gegruewen ass, déi neméi schwätzen; dofir musse mer eis Häerzer un d’offensichtlech Schéinheet bannen, an eis
un d’Liewenslinn halen déi ni verseet. Mir mussen eis fäerdeg maache fir den Déngscht, d’Flam vun der Léift
ufänken an an hirer Hëtzt verbrennen. “
« Bientöt notre poignée de jours, notre vie éphémère, ne serontplus, et nous passerons, les mains vides, dans la
tombe creuséepour ceux dont la voix s'est tué; c'estpourquoi nous devons lier nos coeurs ä la Beauté manifeste, et
nous cramponner â la ligne de vie qui jamais ne faillit. Nous devons nous préparer â servir, â allumer la flamme
d'amour et nous consumer dans sa chaleur. » 1 2
Freed : “D ’Freed gëtt eis Flilleken. An Zäite vu Freed hu mir méi Kraaft, eisen Intellekt ass méi schaarf a mir versti
vill Saache besser. Et fällt eis anscheinend méi liicht ons mat der Welt ze moossen an dat Gebitt erauszefannen dat
eis gutt läit.
« La joie nous donne des ailes. Quand nous sommes heureux, notre énergie est plus grande, notre intelligence plus
vive et notre compréhension moins voilée. Nous semblons mieux â mëme d'affronter la vie et de découvrir un champ
d’activité utile. »
« Certes, la connaissance est pour l'homme un véritable trésor, une source de gloire, de générosité, de joie,
d'exaltation, de réjouissance et d'allégresse. »
„In der Tat, Wissen ist ein wahrer Schatzfür den Menschen, eine Quelle des Ruhmes, der Großmut, der Freude, der
Erhabenheit, des Frohsinns und der Heiterkeit. “ 3
Fridden: « Le don de Dieu en cet âge illuminé est la connaissance de l'unicité de l’humanité et de l'unicité
fondamentale de la religion. La guerre cessera entre les nations, etpar la volonté de Dieu, la Plus Grande Paix
viendra; le monde sera perqu comme un nouveau monde, et tous les hommes vivront comme des frères.
Jadis, un instinct belliqueux s'était développé dans la lutte contre les animaux sauvages; ce n'estplus nécessaire; au
contraire, on reconnait que la coopération et la compréhension mutuelles concourent â rendre l'humanitéplus
prospère. L'inimitié n'est maintenant que le résultat dupréjugé. » 4
372 Zesummestellung vun Texter aus de Bahä’i Schrëften, Deel 4/4
Zitater, 4ten Deel 372t Emissioun um Radio ARA 20ten an 21te Juli 2007 : « La paix est lumière, alors que la
guerre est obscurité. La paix est vie, la guerre est mort. La paix est direction, la guerre est erreur. La paix est une
création de Dieu, la guerre une institution satanique. La paix est la clarté du monde de l'humanité, la guerre est la
destructrice des créations humaines. » 5
« Je vous charge tous de concentrer, chacun pour sa part, toutes vos pensées et votre coeur sur l’amour et l’unité. A
une pensée de guerre, opposez une plusforte pensée de paix. Une pensée de haine doit ëtre détruite par une
1 Abdu'l-Baha, BRIEFE UND BOTSCHAFTEN
2 Abdu'l-Baha, Paris Talks.p. 109
3 Baha'u'llah, Epistle to the Son of the Wolf, p. 27
4 Abdu'l-Baha, Abdu'l-Baha in London, p. 19
5 Abdu'l-Baha, Les bases de l'unite du monde
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 264 -
puissante pensée d'amour. Les pensées de guerre détruisent toute harmonie, tout hien-étre, tout repos et toute
satisfaction. Les pensées d'amour créent la fraternité, la paix, l'amitié et le bonheur. » 1 2
Paradis : “Et gëtt kee méi e wonnerbaart Paradis fir eng Séil, wéi virun Him, der Manifestatioun vu Gott, ze stoen, a
Sengem Dag, Seng Verser ze héieren an u si ze gleewen, a Seng Präsenz ze kommen, déi näischt anescht ass wéi
dPräsenz vum Herrgott, um Mier vum himmlesche Kinnikräich vu sengem gudde Pleséier ze navigéieren a säin
Undeel ze hunn un den erliesene Friichte vum Paradis vu senger gëttlecher Eenzegkeet. ”
«II n'y a pas de paradis plus merveilleux pour une âme que d'ètre exposé â la manifestation de Dieu en son jour,
d'entendre ses versets et de croire en eux, d'atteindre sa présence qui n'est rien d'autre que la présence de Dieu, de
naviguer sur la mer du royaume céleste de son bon plaisir, et d'avoir sa part des fruits de choix du paradis de sa
divine unicité. »
Gott vertrauen: “Verlooss dech op Gott. Vertrau Him. Gëff Him Luef an denk stänneg un Hien. A Wierklechkeet
mécht Hien aus Schwieregkeete Liichtegkeet, aus Suergen Trouscht, an aus Méi vollkommene Fridden. Hien huet
wierklech d’Herrschaft iwwer all Saachen.
« Fie-toi â Dieu. Aie confiance en Lui. Prononce sa louange et appelle-Le continuellement en ton esprit. En vérité,
II transforme la difficulté en aisance, le chagrin en consolation et le labeur en paix absolue. En vérité, II exerce son
empire sur toutes choses. »
373 Siechzeg Joer Bahä’i zu Lëtzebuerg
373t Emissioun um Radio ARA, 27ten an 28te Juli 2007. Léif Radio ARA Nolauschterer, wëllkomm bei eiser
373ter Bahâ’i Emissioun hei um Radio ARA. D’lëtzebuerger Bahâ’f feieren dëst Joer siechzeg Joer zu Lëtzebuerg.
De Bahâ’i Glawe gëtt et elo schon 163 Joer an zu Lëtzebuerg gëtt et scho siechzeg Joer Bahâ’i. Fir dësen Ulass ze
feieren ass jiddereen invitéiert. Den lten Oktober ass eng Séance académique an der Philharmonie organiséiert. An
der Woch vum zweeten Oktober ass eng Ausstellung am Bahâ’i Zenter, 17 allée Léopold Goebel mam Titel:
Honnert Joer am Déngscht vun der Eenheet an der Verschiddenheet an Europa. Et ass eng Ausstellung déi viru
kuerzem am Europaparlament zu Bréissel gewise gouf. Et gëtt gewisen, wéi de Bahâ’l Glawen an Europa an de
leschten honnert Joer sech fir den Déngscht vun der Eenheet an der Verschiddenheet agesat huet. Eng Ausstellung,
déi een net verpasse sollt, wéi gesot, dir gesitt se déi éischt Woch am Oktober am Stater Bahâ’i Zenter, allée
Léopold Goebel. Méi Info kritt dir einfach um Internet, ënnert www.bahai.lu .
D’Ausstellung fänkt den zweeten Oktober mat enger Konferenz vum Prof. Dr Nossrat Peseshkian am Bahâ’i Zenter
un. Hien ass Neurolog, Psychiater an Dokter flr psychotherapeutesch Medezin. Hien ass och de Begrënner vun der
Positiver Psychotherapie. Hie wunnt zu Wiesbaden. Eng Konferenz, déi een net sollt verpassen, den zweeten
Oktober am Bahâ’i Zenter.
Dës Emissioun ass viraussiichtlech déi lescht Emissioun an der Serie um Radio ARA. Ugefaang hu mir 2007 an
haut hu mir 373 Emissioune gemaach. Déi allermeescht sinn opgeholl. D’Emissiounen sinn och opgeschriwwen a
ginn hoffentlech an engem Buch gedréckt.
Ech wollt iech Nolauschterer merci soen fir dës siwe Joer, wou d’Sendung Freides owes um fënnef vir halwer siwen
a Samschdes moies zéng fir zéng diffuséiert gouf. Dir kënnt wann dir wëllt, eis ganz gären e Message loossen, eis
soen wéi ech d’Sendung gefall huet. Och wann dir mech vläicht neméi um Radio héiert, wäert ech mech weiderhinn
engagéieren, mäi bescheidene Bäitrag ze leeschten, un enger besserer Welt matzeschaffen. Wéi dir vläicht wësst,
ginn ech Lëtzebuergeschcoursen. Esou hunn ech déi grouss Freed, a menger Aarbecht, mat Leit aus verschiddene
Kulturen zesummenzesinn. Dobäi léieren ech ganz vill. Och wa mer ganz verschidde sinn, kënne mir eis eens sinn,
an eiser Visioun fir eng besser Welt. Ech si fest dervun iwwerzeegt, dass de Bahâ’l Glawen Léisungsvirschléi fir eis
Welt huet, déi jiddereen usprieche kënnen. Ech hoffen, dass och dir iech d’Zäit huelt, de Bahâ’i Glawe
kennenzeléieren.
Iech alleguer wënschen ech nëmmen dat Bescht, a bis vläicht demnächst eng Kéier, äre Jean-Marie. Ofschléissend
dëst Zitat vun 'Abdu'l-Bahâ iwwer d’Gléck: „ Dem Mënsch seng héchsten Eier a richtegt Gléck läit an der
Selbstachtung, an héijen Entschlëss an eedele Virsätz, an der Onversehrtheet a Sittlechkeet vun der Persoun, an der
Rengheet vum Denken. “ 3
1 Abdu'l-Baha, Causeries d'Abdu'l-Baha a Paris
2 Abdu'l-Baha, Selections from the Writings of Abdu'l-Baha, p. 178
3 Das Geheimnis göttlicher Kultur, S.27
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 265 -
374 Buchvirstellung: Gléck, Deel 1/2
374st Emissioun, 3ten a 4ten August 2007. An der Editioun Carmel stellen ech iech haut e Buch vir mat Zitater aus
de Bahâ’i Schrëften zum Thema Gléck. D’Buch huet 60 Säiten an ass voll mat Biller déi zum Thema Gléck an den
Zitater passen. Wann déi puer Passagen iech gefalen, hutt dir d’Méiglechkeet e Buch ze gewannen. Dir braucht mir
just no der Emissioun unzeruffen.
Hei elo e puer Zitater zum Thema Gléck: "Léifl séchert als eenzegt Mëttel richtegt Gléck an dëser an an der
nächster Welt. ” 1
“Gléck ass déi wierklech Grondlag vum Liewen. Well de Mënsch ass fir d’Gléck erschaf, net fir d’Leed, zur Freed,
net zur Suerg. Gléck ass Liewen, Leed ass Doud. Geeschtegt Gléck ass éiwegt Liewen. Et ass Liicht, deem keen
Donkel nokënnt. .... Liewen, wou keen Doud duerno kënnt, Sinn, deem keen Netsinn nokënnt. Dësen erhuewene
Seegen, dëst kostbaart Geschenk erhält de Mënsch eleng duerch d’Féierung vu Gott.
D ’Welt lieft duerch de Mënsch an de Mënsch lieft duerch de Geescht. D 'Gléck vun der Welt hängt vum Mënsch of,
an d’Gléck vum Mënsch hänkt vum Geescht of.
De Mënsch ass sengem Wiesen no geeschteg, an nëmme wann hien am Geescht lieft, ass en tatsächlech glécklech.
Dem Mënsch seng héchsten Éier a wierklecht Gléck läit an der Selbstachtung, an héijen Entschlëss an eedele
Virsäz, an der Onversehrtheet a Sittlechkeet vun der Persoun, an der Rengheet vum Denken.
Geeschtegt Gléck ass Liicht, Leed dogéint ass Däischtert. Dëst Gléck ass Frousinn, Leed ass Enttäuschung. Dëst
Gléck ass d ’Räich vum Himmel, Leed dogéint déi ierdesch Welt. Dëst Gléck ass Liewen, Leed ass Netsinn. Dëst
Gléck ass d’Substanz vun där de Mënsch geschaf ass, aus däer Welten entstinn an alles Erschafent an d’Existenz
kënnt. Sou erschéngt d’Welt vu Gott stralend, wéi d’Sonn an der Mëttesstonn. Dëst Gléck ass d ’Léift vu Gott.
D ’Gléck vum Mënsch .. ass et, der Schwell vu Gott, dem Allmächtegen, méi no ze kommen an de Fridden an
d’Wuelergi vun all eenzel Member vun der Mënschheet, siefhien héich oder niddreg, ze sécheren; an dat beschte
Mëttel, dëst duebelt Zil ze erreechen, sinn déi exzellent Dugenden, déi d’Mënschheet krut. ”
375 Buchvirstellung: Gléck, Deel 2/2
Intro, ...
375st Emissioun, lOten a 1 lten August 2007. “Ganz sécher sichen d’Massen no Gléck a seene sech duerno, awer
wéi e Schleier trennt si hir Onwëssenheet dovun.
Soulaang et dem Mënsch gutt geet, wäert e vläicht Gott vergiessen, mee wann awer Kummer kënnt an hie Suergen
iwwerwältegen, wäert hie sech un de Papp erënneren, deen am Himmel ass an et fäerdegbréngt, hien aus senger
Erniddregung ze befreien.
Materielle Fortschrëtt séchert ierdescht Gléck. Geeschtege Fortschrëtt séchert d’Gléck vun der Séil an d’éiwegt
Liewen.
A Wierklechkeet gëtt et keen ierdescht Gléck. Et ass nëmmen en Trugbild, blousse Schäin... Wat ass ierdescht
Gléck ? E liicht Noloosse vu Kummer an Nout. Mee d’Vollek gesäit doranner Freed, Spaass a Segen. Iirdesch
Segnungen ...maachen den Honger, den Duuscht an d’Middegkeet nëmme méi kleng ... Si erhiewe weder nach de
Geescht, nach erfreeë si d’Séil. Neen, si befriddegen nëmmen d’Besoine vum Kierper. Dofir ass dës Aart vum Gléck
net wierklech.
Ganz gläich, wéi sech déi materiell Welt och entwéckelt, d’Gléck vum Mënsch ka si net schafen. Nëmme wa sech
materiell a geeschteg Kultur verbannen, fënnt d ’Gléck eng sécher Grondlag. Nëmmen da wäert de materielle
Fortschrëtt net méi de Muechte vum Béisen déngen an d’Eenheet vun der Mënschheet zerstéieren. Well an enger
materieller Kultur entwéckele sech dat Gutt an dat Béist zesummen ...
D ’Gléck vun der Mënschheet ass eréischt dann ze erreechen ... wann déi materiell Zivilisatioun mat der gëttlecher
Kultur vereenegt gëtt. ... Déi materiell Zivilisatioun ass wéi d’Glas ronderëm d’Luucht, d’gëttlech Kultur ass
d’Luucht selwer. D ’Glas ouni Liicht ass donkel. D ’materiell Zivilisatioun ass wéi de Kierper. Sief en och nach esou
anmutig, elegant a schéin, sou ass en awer nach dout. D 'gëttlech Kultur ass wéi de Geescht, de Kierper kritt säi
Liewen duerch de Geescht, soss ass en e Läichnam. Sou ass et kloer, dass d’Mënschewelt den Odem vum Hellege
Geescht brauch. Ouni de Geescht ass d’Mënschewelt ouni Liewen ; ouni dëst Liicht bleift d’Mënschewelt an déifster
Däischtert. ”
1 Sinn des Lebens, Gliick, Edition Carmel, Buchumschlag, Bahâ ’i Verlag, 2004
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-266 -
376 Buchvirstellung: Déi Verbuerge Wierder, Deel 1/2
60 Joer Bahâ’i zu Lëtzebuerg. Léif Radio ARA Nolauschterer. Wëllkomm bei eiser 376ter Emissioun hei um Radio
ARA. Haut eng nei Buchvirstellung, d’Verbuerge Wierder, fir d’éischt iwwersat, zënter kuerzem op
Lëtzebuergesch, an et wäert och gläich publizéiert ginn.
Déi Verbuerge Wierder, e Meeschterwierk vu mystescher Poesie, gouf 1858 am Irak geschriwwen. Laanscht den
Uwänner vum Floss Tigris, déif a Meditatioun, huet Bahâ'u'llâh, Begrënner vum Bahâ'i Glawen, iwwer déi éiweg
Bezéiung tëschent Gott an dem Mënsch nogeduecht, iwwer de Sënn vum Liewen an all d’Hënnernesser déi virum
Mënsch leien, op sengem Wee zur geeschteger Perfektioun. Aus sou enger déiwer Kontemplatioun koum
d'Inspiratioun fir eng erstaunlech Kollektioun vu kuerzen, vu meditative Versen. An deene puer Zeile fënnt een eng
Distillatioun vun deene geeschtege Wourechten, déi d'zentral Kraaft hannert all de reliéisen Traditioune vun der
Vergaangenheet duerstellen.
Bahâ'u'llâh schreift: „Dëst ass dat wat aus dem Räich vun der Herrlechkeet erofkoum, ausgeschwat duerch d'Zong
vun der Muecht an der Stäerkt, a wat de fréiere Propheten offenbaart gouf. Dorauser hu Mir déi déif Essenz geholl
an an d’Kleed vun der Kierzt gekleet, als en Zeeche vun der Gnodfir déi Gerecht, dass si dem Härgott senger
Allianz trei bleiwen, duerch hiert Liewe Säi Vertrauen erfëllen, an am Räich vum Geescht den Eedelstee vun der
gëttlecher Dugend kréien.
Dat hei ass Mäin éischte Rot: Dass du e rengt, guttmiddegt a stralend Häerz hues, sou dass du onvergänglech
Souveränitéit kriss, onzerstéierbar an éiweg.
Wat Ech vun allem am léifsten hunn ass d’Gerechtegkeet; dréi hir net de Réck wann s du Mech wëlls a vernoléisseg
se net, fir dass Ech Mech dir uvertraue kann. Mat hirer Hëllef wäerts du mat dengen eegenen Ae gesinn, an net mat
deene vun aneren, a wäerts duerch deng eegen Erkenntnis wëssen an net duerch d’Wësse vun dengem Noper.
Iwwerlee dir an dengem Häerz wéi s du solls sinn. A Wierklechkeet ass d’Gerechtegkeet Mäi Cadeaufir dech an
d’Zeeche vu Menger onendlecher Gnod. Hal dir dat virun Aen.
Et war Mäi gréisste Wonsch, fir dech ze erschafen, also hunn Ech dech erschaf Sief du elofrou mat Mir, fir dass
Ech däin Numm soe kann, an deng Séil mam Geescht vum Liewe fëlle kann.
Sief du frou mat Mir, fir dass Ech dech ka gär hunn. Wann s du Mech net gär hues, ka Meng Léift dech nimools
erreechen. Sief dir dees bewosst, O Dénger.
Meng Léift ass Meng Festung; deen, deen erakënnt ass sécher a gebuergen, an deen, dee sech dovun
ewechdréit, wäert sech sécherlech veriren an zu Gronn goen.
Du bass Meng Festung, géi eran,fir dass du a Sécherheet do liewe kanns. MengLéift ass an dir, sief dir
dees bewosst, fir dass du Mech no bei dirfënns. “
Souwäit d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’L Um Mi kr o de Jean-Marie Nau.
377 Buchvirstellung: Déi Verbuerge Wierder, Deel 2/2
Sechzeg Joer Bahâ’i zu Lëtzebuerg. D’Rubrik vun der Bahâ’i Emissioun. Wëllkomm léif Radio ARA
Nolauschterer. Haut e weideren Deel aus dem Buch: Verbuerge Wierder, e Meeschterwierk vu mystescher Poesie,
dat 1858 am Irak geschriwwe gouf. De Begrënner vum Bahâ'i Glawen, huet iwwer déi éiweg Bezéiung tëschent
Gott an dem Mënsch nogeduecht, iwwer de Sënn vum Liewen an all d’Hënnemesser déi vimm Mënsch leien, op
sengem Wee zur geeschteger Perfektioun. An esou enger déiwer Kontemplatioun eraus, koum d'Inspiratioun fir eng
erstaunlech Kollektioun vu kuerzen, vu meditative Versen. An deene puer Zeile fënnt een eng Distillatioun vun
deene geeschtege Wourechten, déi d'zentral Kraaft hannert all de reliéisen Traditioune vun der Vergaangenheet
duerstellen.
„Du bass Meng Luucht, a Mäi Liicht ass an dir. Huel dir dorauser däi Liicht a sich keen anere wéi Mech. Well Ech
hunn dech räich erschaf an iwwert dech hunn Ech Meng Gonscht generéis verbreet.
Mat den Hänn vun der Muecht hunn Ech dech erschaf a mat de Fangere vun der Kraaft hunn Ech dech geformt; an
an dech hunn Ech d’Wiese vu mengem Liicht geluecht. Sief domat zefridden a sich soss näischt, well Mäi Wierk ass
perfekt a Mäi Gebot ass verbindlech. Sief dir dees gewëss an zweiwel net.
Dréi däi Gesiicht zu Mir an entso allem ausser Mir, well Meng Souveränitéit ass bestänneg a Meng Herrschaft
vergeet net. Géifs du en anere wéi Mech sichen, wär deng Méi ëmsoss, souguer wann s du de Weltall éiweg
duerchsiche géifs.
Sief zefridde mat Mir a sich keen anere fir dir ze hëllefen, well keen ausser Mir kann dirjee duergoen.
Verlaang net vu Mir, wat Mir netfir dech wënschen, sief zefridde mat deem, wat Mirfir dech bestëmmt hunn, well
et ass dat, wat dir Notze bréngt, wann s du dech domat zefridde gëss.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-267 -
Un de Bam vun der stralender Herrlechkeet hunn Echfir dech déi heschte Friichte gehaangen. Firwat dréis du
dech dovun ewech, fir dech mat deem zefridden ze ginn, wat manner gutt ass? Komm zréck bei dat, wat besserfir
dech ass am himmleche Räich.
Eedel hunn Ech dech erschaf du awer hues dech selwer erniddregt. Erhief dech also zu deem, woufir s du erschafe
goufs.
Sëtz dech net iwwert deng Grenzen ewech a begier net, wat netfir dech ass. Knéi dech virum Gesiicht vun dengem
Härgott, dem Här vu Stäerkt a Muecht.
Bretz dech net virum Aarmen, well Echféieren hien op sengem Wee a gesinn dech an dengem Gejéimers a weisen
dech zréck fir all Zäit.
Wéi konnts du deng eege Feeler vergiessen an dech mat de Feeler vun anere beschäftegen? Wien dat mécht gëtt vu
Mir verworf. “
A sou wäit d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahâ’i. Iech alleguerten e schéine Weekend, äre Jean-Marie.
O
Literaturlëscht um Internet
http://www.bahai.org/
http://www.bahai-education.org/ocean
http://library.bahai.org
http://reference.bahai.org/en
http://www.bahai.fr
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
-268 -
Index
—A—
A.G.I.R., 178
Abdu’l-Bahâ
Zukunft, 154
Abdu'l-Baha, 158
_»_
'Abdu'l-Bahâ
Buch, Usproochen zu Paräis, 119
Geschicht, 131
Mënsch, 166
— Ä—
Âerd, 84
—A—
AGIR, 199
ASBL Moments de Sérénité, 234
—B—
Bahâ Y
Aarbechtvun, 113
Summerschoul, 117
Bahâ’i sinn, 93
Bahâ’u’llâh
Déi Verbuerge Wierder, 133
komesch Saachen, 147
Bahiyyih Khanum, 200
Bescheidenheet, 90
—C—
Camus, Albert
Gléck, 181
—D—
Dala'i Lama
Erausfuerderunge vun eiser Zäit, 166
Djalili, Omid
Humorist anActeur, 165
Dram, 120
Bahâ'u’llâh, 39
Dugal, Bani, 143
—E—
Éier, 84
Erzéier, 89
—F—
Faaschten, 184
Faaschtenzäit, 106
Fra
Roll, 142
Fräiheet, 145
Freed, 111, 118, 155
Frëndschaft, 114
FUNDAEC, Kolumbien, 12
—G—
Gandhi
Gléck, 182
Gebiet
Kand zu sengen Elteren, 172
Gerechtegkeet, 152
Geschicht, 38, 109
Ae vun der Séil, 183
An d’Waasser kucken, 259
Erschafung vun der Welt, 161
Gittar, 164
Féift, Räichtum an Erfolleg, 109
op d'Feeler vun Anere kucken, 234
Saachen, déi Gott iech net freet, 167
vum Raol Follerau,, 217
Wäert vu Geschichten, 202
Wäert vum Schwätzen, 231
Wat ass d'Liewen?, 184
Wonschbuttek, 156
Zaubermoschterkär, 172
Zen-Traditioun, 202
Gesetz, 84
Gléck, 181,265
Gott, 88
—H—
Hayek, Max, 155
Hoffsümmer, Willi
Wéi Kricher entstinn, 231
Humor, 111
—J—
Jung, Carl
Gléck, 182
—K—
Kaszuk, Cyrille, Dr., 10
King, Martin Luther, 182
Krucoff, Mitchel
Häerzspezialist, 222
—L—
Liewen
Zil, 184
—M—
Meditatioun, 83, 162, 204
Mënsch, 83
Momen, Wendi Dr.
Terrorismus, 242
—N—
Nanzeg, 106
Natur, 88
—O—
Oetinger, Friedrich, 155
—P—
P.M. Zeitung
Gebiet, 222
Paradis, 141
Péng, 118
Peseschkian,9
Peseschkian, Nosrat, 158
Pestalozzi, 10
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-269-
Pilgerrees, 192
Price, Rachel, 220
—R—
Räichtum, 84
Rouhani, Said, 133
—S—
Saint-Exupery, Antoine de, 155
Samandari-Avanzo, Caroline, 174
Schmäerz, 118
Schweitzer, Albert, 181
Sears, William, 154
Senge, Peter
Léieren heescht, 231
Shaw, George Bernard, 158
Sproch
aus Persien, 202
Suergen, 118
Sulzer, Jeanne, 174
—T—
Times oflndia, 187
Titanic, 178
Twain, Mark, 260
—V—
Verantwortung, 83
Volleksvertrieder vu Brasilien, 146
—W—
Wäisheet, 106, 160
arabesch, 106
orientalesch, 9
Schicksal, 183
Ward, Keith, 145
Welten, 120
Witz, 112
—Z—
Zitat
aus de jiddesche Schrëften, 259
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 270 -
Literaturlëscht
'ABDU'L-BAHÂ: 'Abdu'l-Bahâ â Londres, Maison d'éditions bahâ'ies, rue du Tröne 205, 1050 Bruxelles, Belgique,
1998, ISBN 2-87203-040-9, tiré de 'Abdu'l-Bahâ in London", Bahâ'i Publishing Trust, London.
'ABDU'L-BAHÂ: Ansprachen in Paris, Paris Talks
'ABDU'L-BAHÂ: Beantwortete Fragen
'ABDU'L-BAHÂ: Briefe und Botschaften
'ABDU'L-BAHÂ: Compilation of Compilations, Volume 1+2
'ABDU'L-BAHÂ: Foundations ofWorld Unity
'ABDU'L-BAHÂ: Das Geheimnis göttlicher Kultur
'ABDU'L-BAHÂ: Les legons de Saint Jean d’Acre
'ABDU'L-BAHÂ: Über die Macht des Gebets, Meditationen für Jugendliche.
'ABDU'L-BAHÂ: Verse Gottes, Bahâ’r Verlag
'ABDU'L-BAHÂ: Divine Philosophy
'ABDU'L-BAHÂ: The Promulgation of Universal Peace
'ABDU'L-BAHÂ: Tablets of 'Abdu’l-Bahâ
BAHAIINTERNATIONAL COMMUNITY: ein Statement der BIC, Wer schreibt die Zukunft? Nachdenken über
das 20. Jahrhundert, 1999
BAHAIINTERNATIONAL COMMUNITY: One common faith, 2005
BAHAIINTERNATIONAL COMMUNITY: Sustainable development
BAHÂ’U'LLÂH: Ährenlese, Gleanings
BAHÂ'U'LLÂH: Déi Verbuerge Wierder, The Hidden Words, Les Paroles Cachées, Die Verborgenen Worte,
Lëtzebuerg, 2008
BAHA'U'LLAH: Epistle to the Son of the Wolf
BAHA'U'LLAH: Kitab-I-Aqdas
BAHA'U'LLAH: L'art divin de vivre, Edition: Maison d'éditions bahâ'ies, 3ème édition 1984.
BAHA'U'LLAH: The Proclamation of Baha'u'llah, Bahâ'i World Centre, 1967.
BATTEGAY, Raymond + PESESCHKIAN, Nossrat: Die Treppe zum Glück: 50 Antworten auf die großen Fragen
des Lebens, Fischer Verlag, 2006
DANESH, H.B.: The Psychology of Spirituality, Nine Pines Publishing.
DEVELOPING DISTINCTIVE BAHAI COMMUNITIES: NSA USA.
DUSTDAR, Farah: Frauenpolitik, Bahâ’i Verlag 2002.
DUSTDAR, Farah: Abschied von der Macht, Demokratie und Verantwortung, Fischer Verlag, 1996.
EFFENDI, Shoghi: Gott geht vorüber, Bahâ’i Verlag.
EFFENDI, Shoghi: The Advent of Divine Justice, Wilmette, Bahâ'i Publishing Trust, 1990
EFFENDI, Shoghi: Lights of Guidance.
EFFENDI, Shoghi: The World Order of Bahâ'u'llâh, Selected Letters by Shoghi Effendi, Bahâ'i Publishing Trust,
Wilmette, Illinois 60091, 1974 by the National Spiritual Assembly of the Bahâ'is of the United States.
ESSLEMENT, J.E.: Bahâ'u'llâh und das Neue Zeitalter, Titel des englischen Originals: Bahâ'u'llâh and the New
Era, by Dr. John Ebenezer Esslemont, London 1923. Third Revised Edition, Wilmette 111. (U.S.A.) 1970,
Deutsch nach der dritten revidierten englischen Ausgabe von 1970 überarbeitete 8.Auflage 1986, Bahâ'i-Verlag
GEBETE: Lob und Dank, Bahâ’i Verlag, 1984.
GOUVION, Colette: Les Jardiniers de Dieu, Berg International, 1989
HATCHER,W. MARTIN, JD: The Bahâ’f Faith, The Emerging Global Religion, Bahâ’i Publishing
KAVELIN POPOV, Linda: The Family Virtues Guide, Plume Verlag, ISBN 0452278104
KHAN, Janet: Prophet’s Daughter, a story of an exceptional woman
KHAN, Peter : The Advancement of Women, a Bahâ’i Perspective
MAISON UNIVERSELLE DE JUSTICE : La promesse de la paix mondiale, 1986
PERLEN MEINER GEHEIMNISSE: Texte aus den Bahâ’i Schriften, Horizonte Verlag
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
-271 -
PESESCHKIAN, Nosrat: Der Kaufmann und der Papagei. Orientalische Geschichten als Medien in dere
Psychotherapie, Fischer Verlag, 1979
PESESCHKIAN, Nosrat: Es ist leicht, das Leben schwer zu nehmen. Aber schwer, es leicht zu nehmen,/Klug ist
jeder. Der eine vorher, der andere nachher: Geschichten und Lebensweisheiten, Herder Verlag, 2008
PESESCHKIAN, Nosrat: Das Leben ist ein Paradies, zu dem wir den Schlüssel fmden können, Herder Spektrum,
2004
PESESCHKIAN, Nosrat: 33 und eine Forme der Partnerschaft, Geist und Psysche, Fischer, 2002
P.M. MAGAZIN: Esoterik,Gebete, Februar 2006, SK Verlag
POOSTCHI, Kambiz: Goldene Äpfel, Spiegelbilder des Lebens, Horizonte Verlag 2002
RABBANI, Ruhiyyih : La Perle Inestimable, la vie et l'oeuvre de Shoghi Effendi, Maison d'éditions bahâ'ies,
Bruxelles,1976
RUHI FOUNDATION KOLUMBIEN: Ruhi Institut, Buch 5, Lehren in Kinderklassen, 2005
RUHI FOUNDATION KOLUMBIEN: Ruhi Institut, Buch 6, L’acte d’enseigner
SCHAEFER, Udo : Die mystische Einheit der Religionen, Zum interreligiösen Dialog über ein Weltethos, Bahâ’i
Verlag, 1997.
SEARS, William : God loves laughter.
THE INTERNATIONAL TEACHING CENTRE : Gebrauch der Künste, 2001
TOWFIGH, Stephan Anis + ENAYATI, Wafa: Die Bahâ’i Religion, Ein Überblick, Olzog Verlag, 2005
UNIVERSAALT HAUS VUN DER GERECHTEGKEET: D’Versprieche vum Weltfridden, eng Deklaratioun un
d’Vëlker vun der Welt, Luxembourg, Horizonte Verlag,1990.
UNIVERSALES HAUS DER GERECHTIGKEIT: Ridvan Botschaften 1988-2003
UNIVERSALES HAUS DER GERECHTIGKEIT: Briefe des UHG, Ausgewaehlte Botschaften 1963-1996
UNIVERSALES HAUS DER GERECHTIGKEIT: 1999, Dezember 28, Neue Gesetze.
SCHAEFER, Udo: Die mysthische Einheit der Religionen
WARD, Keith: The case for religion. Oneworldpublications
Verse Gottes, Bahâ’i Verlag
ZEIT FÜR GEIST: Zeitschrift Nr. 1 März 2006, Luxemburg.
ZEIT FÜR GEIST: Zeitschrift Nr. 2006, Freundschaft, Luxemburg.
SCHNABEL, Ulrich: Himforschung : Wamm Menschen Glauben? Die Zeit 11.05.2005 Nr.20
SINN DES LEBENS: Glück, Edition Carmel, Bahâ’i Verlag, 2004
^ *
Bahâ ’i Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
Referenzen
- 272 -
1 Ruhi 6, section 7, Bahâ’u'llâh, Gleanings, CXX
2 "The most vital duty, in this day," He, moreover, has written, "is to purify your characters, to correct your manners, and improve your conduct. The beloved of the Merciful must
show forth such character and conduct among His creatures, that the fragrance of their holiness may be shed upon the whole world, and may quicken the dead, inasmuch as the
purpose of the Manifestation of God and the dawning of the limitless lights of the Invisible is to educate the souls of men, and refine the character of every living man...."
"Truthfulness," He asserts, "is the foundation of all human virtues. Without truthfulness progress and success, in all the worlds of God, are impossible for any soul. When this holy
attribute is established in man, all the divine qualities will also be acquired." Shoghi Effendi, The Advent of Divine Justice, p.26.
In the words of our beloved Guardian, "One thing and only one thing will unfailingly and alone secure the undoubted triumph of this sacred Cause, namely the extent to which our
own inner life and private character mirror forth in their manifold aspects the splendour of those etemal principles proclaimed by Bahâ'u'llâh". The Universal House of Justice,
Ridvan 1964.
3 Die Welt ist aus dem Gleichgewicht geraten durch die Schwungkraft dieser größten, dieser neuen Weltordnung. Das geregelte Leben der Menschheit ist aufgewühlt durch das
Wirken dieses einzigartigen, dieses wundersamen Systems, desgleichen kein sterbliches Auge je gesehen hat. Aehrenlese, No 70. Immerse yourselves in the ocean of My words, that
ye may unravel its secrets, and discover all the pearls of wisdom that lie hid in its depths. Bahâ'u'llâh, Gleanings from the Writings of Bahâ ’u ’llâh, p.136.
4 One hundred years ago, Bahâ'u'llâh, Founder of the Bahâ'i Faith, proclaimed in clear and unmistakable language, to the kings and rulers of the world, to its religious leaders, and to
mankind in general that the long-promised age of world peace and brotherhood had at last dawned and that He Himself was the Bearer of the new message and power from God which
would transform the prevailing system of antagonism and enmity between men and create the spirit and fonn of the destined world order. Bahâ'u'llâh, Proclamation of Bahâ’uTlâh
5 In Seinem Brief an die Königin Viktoria von England vergleicht Bahâ'u'llâh die Welt mit einem kranken Menschen, dessen Krankheit dadurch verschlimmert wurde, daß er in die
Hände ungeschickter Ärzte fiel, und kündet an, wie das Heilmittel wirksam werde: »Was der Herr als höchstes Mittel und mächtigstes Werkzeug flir die Heilung der ganzen Welt
bestimmt hat, ist die Vereinigung aller ihrer Völker in einer allumfassenden Sache, einem gemeinsamen Glauben. Das kann nicht anders erreicht werden, als durch die Kraft eines
erfahrenen, allgewaltigen und erleuchteten Arztes. Wahrlich, das ist die Wahrheit und alles andere nichts als Irrtum.«
6 Königin Maria von Rumänien, Enkelin der Queen Victoria und des Zaren Alexander II., an die Bahâ'u'llâh Sendschreiben gerichtet hatte, nahm 1926 den Bahâ'i-Glauben an und
bekannte sich öffentlich zu ihm. WOB, p 287.
7 »Er ist wie eine weite Umarmung«, so das Zeugnis einer Königin' flir den Anspruch und die Stellung dieses Glaubens, »eine Umarmung, die alle jene zusammenführt, welche lange
nach Worten der Hoffnung gesucht haben. Er anerkennt alle großen Propheten, die ihm vorangegangen sind, reißt keine anderen Glaubensbekenntnisse nieder und läßt alle Türen
offen.« »Die Bahâ'i-Lehre«, schreibt sie weiter, »bringt der Seele Frieden und dem Herzen Hoffnung. Wer nach Gewißheit sucht, dem sind die Worte des Vaters wie ein Springquell
in der Wüste nach langer Wanderschaft.« »Ihre Schriften«, bezeugt sie in einer anderen Erklärung mit Bezug auf Bahâ'u'llâh und 'Abdu'l-Bahâ, »sind ein großer Ruf zum Frieden, der
über alle Grenzpfahle hinausreicht und alle Meinungsverschiedenheiten wegen Riten und Dogmen übersteigt... Es ist eine wundersame Botschaft, die Bahâ'u'llâh und Sein Sohn
'Abdu'l-Bahâ uns gegeben haben. Beide haben diese Botschaft nicht aggressiv aufgemacht, weil sie wußten, daß der Keim ewiger Wahrheit, der in ihrem Innersten liegt, Wurzeln
schlagen und sich ausdehnen muß.« »Wenn je der Name Bahâ'u'llâhs oder 'Abdu'l-Bahâs«, so ihre abschließende Mahnung, »Ihnen zur Kenntnis kommt, legen Sie ihre Schriften nicht
beiseite! Durchforschen Sie ihre Bücher, lassen Sie ihre herrlichen, friedebringenden, liebeschaffenden Worte und Lehren in Ihr Herz dringen, wie sie in das meinige gedrungen sind.«
1 Königin Maria von Rumänien, Enkelin der Queen Victoria und des Zaren Alexander II., an die Bahâ'u'llâh Sendschreiben gerichtet hatte, nahm 1926 den Bahâ'i-Glauben an und
bekannte sich öffentlich zu ihm. WOB p. 287.
8 The proclamation of the Faith throughout the world attained an entirely new stage. The campaign of proclamation launched in 1967 through the inspiration of the centennial
anniversary of Bahâ'u'llâh's Proclamation to the kings and rulers of mankind, and which gathered added momentum in 1979 with the surge of the persecution of the Iranian Bahâ'i
community, now covered a greatly expanded range with the distribution of "The Promise of World Peace". Kings, queens, presidents, prime ministers, legislators, jurists, academics,
diverse institutions and organizations became aware of Bahâ'u'llâh's Message. The Universal House of Justice, Ridvan 1992.
9 S.41 D ’Versprieche vum Weltfridden. Abdu'l-Bahâ verweist jedoch darauf, daß Frieden als isoliertes Ziel nicht zu realisieren ist; Frieden - wirklicher, dauemder Frieden - ist nur in
einem geistig inspirierten und gehaltenen Gesamtkonzept zu haben. Quelle und Impulsgeber eines solchen Konzepts ist Ihm die Offenbarung Bahâ'u'llâhs als umfassende religiöse
Neuorientierung einer Zeit des Umbmchs in allen Aspekten menschlichen Lebens. Folgerichtig ist in diesem Brief das Motiv des Friedens aufs engste verwoben mit den Prinzipien
einer Religion, welche nicht nur die individuelle Tugend der Nächstenliebe wieder belebt, sondem auch neue gesellschaftliche Maßstäbe setzt: die "Einheit der Menschheit" und die
Verwirklichung der weltumfassenden Harmonie des "Größten Friedens" in einer der Gerechtigkeit verpflichteten globalen Ordnung. ‘Abdu ’l-Bahâ, Der Weltfriedensvertrag
10 Im Bayân schrieb der Bâb vor, der Verstorbene solle in einem Sarg aus Kristall oder poliertem Stein begraben werden. Wie Shoghi Effendi in einem in seinem Auftrag
geschriebenen Brief erläutert, bedeutet diese Bestimmung Ehrfurcht vor dem Menschenleib, der "vormals durch die unsterbliche Menschenseele geadelt" war. Kurz gefaßt, verbietet
das Bahâ'i-Bestattungsrecht, daß der Leichnam weiter als eine Stunde Wegs vom Ort des Todes verbracht wird. Der Leichnam ist in Tücher aus Seide oder Baumwolle zu hüllen; an
den Finger soll ihm ein Ring gesteckt werden mit der Inschrift: "Von Gott kam ich und zu Ihm kehre ich zurück, losgelöst von allem außer Ihm, und halte mich fest an Seinem
Namen, der Barmherzige, der Mitleidvolle." Der Sarg soll aus Kristall, Stein oder hartem Edelholz sein. Ein besonderes Totengebet ist vorgeschrieben, das vor dem Begräbnis zu
sprechen ist. Wie von Abdu'l-Bahâ und dem Hüter bestätigt, schließt dieses Gesetz die Feuerbestattung aus. Das fonnelle Totengebet und der Ring betrifft alle, die das Reifealter (d.h.
15 Jahre) erreicht haben. Fragen und Antworten 70. Les funérailles baha'ies sont sobres. Elles donnent lieu ä la seule prière collective recommandée par Bahâ'u'llâh. Le corps, lavé
avec dévotion par respect pour l'esprit qui y apparut, sera couché dans un linceul puis dans un cercueil avant d'ëtre enterré en un lieu qui ne doit pas ëtre distant de plus d'une heure du
lieu du décès. Le cimetière baha'i devrait ëtre un lieu agréable de méditation, planté d'arbres et omé de bassins. ouvrage, foi-qq-mots.
Zum Material für die Särge ist zu sagen, daß es nach dem Geist des Gesetzes möglichst dauerhaft sein sollte. Das Universale Haus der Gerechtigkeit erläutert, daß es über die im
Aqdas aufgeführten Materialien hinaus keinen Einwand gibt gegen das härteste verfügbare Holz oder gegen Beton. Derzeit können die Gläubigen in dieser Frage nach eigenem
Gutdünken verfahren. Bahâ ’u ’llâh, Kitab-i-Aqdas.
11 Le 23 septembre 1918, après 24 heures de combat, Hai'fa est occupée par la cavalerie anglaise et hindoue. La Palestine va passer sous contröle britannique. Les officiers de sa
gracieuse Majesté se pressent chez Abdu'l-Bahâ; en 1920, il sera promu chevalier de l'empire britannique pour les services rendus ä la cause de la réconciliation et de la prospérité des
peuples. Ses demières années sont paisibles. II prie, écrit, correspond de nouveau avec le monde entier, s'accorde quelques promenades â cheval, la distraction favorite de son
adolescence, ou â pied. Sa maison ne désemplit pas de visiteurs de toutes les couleurs de peau, que visiblement sa conversation charme par la profondeur de ses vues, mais aussi sa
courtoisie, et mëme son humour. II sait faire rire avec des anecdotes amusantes et pleines d'esprit. "Ma maison est un foyer de rires et de bonheur", dit-il. Les Jardiniers de Dieu.
Bahâ 7 Emissiounen um Radio ARA 2000-2007
- 273 -
12 65.- Lors d'une autre occasion, la Beauté bénie fit â nouveau référence au séjour â Bagdad. Concemant l'injustice et la tyrannie exercées par le Shaykh 'Abdu'l-Husayn-i-Tihrâni,
Bahâ'u'llâh déclara : "Bien plus, le Shaykh, avec l'appui de Nâsiri'd-Din Shâh et du sultan 'Abdu'l-Aziz, essaya d'éteindre la lumière de la Cause, mais il fiit impuissant â le réaliser. La
Cause de Dieu s'est répandue elle-mëme â l'Est et â l'Ouest de la terre. Bientöt vous serez témoins de l'enroulement du vieil ordre de choses, et vous verrez toutes les nations réunies
sous le tabemacle de la Cause de Dieu."Puis il nous parla de la visite d'un chef religieux qui était grand, fort, portait un turban imposant et avait une barbe anormalement longue.
"Après Nous avoir salué" nous dit Bahâ'u'llâh, "il s'assit et commenga â lire â haute voix des écrits abstms en langue arabe." Ne voulez-vous pas vous présenter vous-mëme, que Nous
puissions vous connaitre ?" ai-Je suggéré." Le visiteur répliqua : "Je suis Khâtamu'l-Mujtahidin (le demier des ecclésiastiques)" donnant ainsi son titre et non pas son nom.
"Inshâ'allâh (Dieu le veuille !)" Nous avons répété plusieurs fois : "Inshâ'allâh, Inshâ'allâh !" La Beauté bénie était extrëmement heureux ce jour-lâ et toujours souriant. 'Aqâ Mirzâ
Aqâ Afnân Histoires de Bahâ'u'llâh extraites d'une compilation de 'Ali-Akbar Furutan.
13 Au cours de ces audiences, j'eus de plus en plus conscience de ses grandes qualités, sa noblesse, sa dignité, sa chaleur et son enthousiasme, son pouvoir de passer très vite d'un
humour pétillant a l'outrage profond, mais toujours et toujours mettant la foi baha'ie avant toute chose... La Perle inestimable.
14 Humour, happinessjoy are characteristics of a tme Bahâ'i life. Frivolity palls and eventually leads to boredom and emptiness, but tme happiness and joy and humour that are parts
of a balanced life that includes serious thought, compassion and humble servitude to God, are characteristics that enrich life and add to its radiance. Compilations, The Compilation of
Compilations vol. I, p. 54.
15 One is reminded of'Abdu'l-Bahâ's caution that we should not let a pastime become a waste of time. The Compilation of Compilations vol. I, p. 54.
16 Das Bahâ'i-Gebet ist jedoch nicht beschränkt auf den Gebrauch vorgeschriebener Formen, wie wichtig diese auch sein mögen. Bahâ'u'llâh lehrt, daß des Menschen ganzes Leben
ein Gebet sein sollte, daß die im rechten Geist verrichtete Arbeit Gottesdienst ist, daß jeder Gedanke, jedes Wort und jede Tat, die dem Ruhme Gottes und dem Wohl unserer
Mitmenschen dienen, im wahrsten Sinn des Wortes Gebet sind. Sekundär Literatur, Baha'u'llah und das Neue Zeitalter.
17 Laßt eure Taten laut in die Welt hinausmfen, daß ihr wirkliche Bahâ'i seid, denn es sind 'die Taten', die zur Welt sprechen und die Ursache des Fortschritts für die Menschheit sind.
'Abdu'l-Bahâ, Ansprachen in Paris.
18 26.6 Wenn wir wirkliche Bahâ'i sind, bedarf es keines Redens. Unsere Taten werden die Welt weiterbringen, Zivilisation verbreiten, der Wissenschaft zum Fortschritt helfen und
Künste sich entwickeln lassen. Ohne Taten läßt sich in der Welt des Stoffes nichts vollbringen, noch können Worte, die nicht durch Taten unterstützt sind, Menschen im Reich des
Geistes fördem. Nicht durch bloßen Lippendienst sind die Erwählten Gottes zur Heiligkeit gekommen, sondem durch ein geduldiges Leben des tätigen Dienstes haben sie Licht in die
Welt getragen. 'Abdu'l-Bahâ, Ansprachen in Paris.
19 26.7 Streben damm, daß eure Taten tagtäglich wundervolle Gebete seien. Wendet euch zu Gott und versuchet immer, zu tun, was recht und edel ist. Unterstützt die Armen, richtet
die Gefallenen auf, gebt den Bekümmerten Trost, bringt Heilung für die Kranken, stärkt die, die in Ängsten sind, befreit die Unterdrückten, macht den Hoffnungslosen Hoffnung und
beschützet die Verlassenen!
26.8 Das ist die Arbeit eines wahren Bahâ'i, und das ist es, was man von ihm erwartet. sind wir bestrebt, all dies zu tun, dann sind wir wirkliche Bahâ'i, doch wenn wir es unterlassen,
sind wir keine Kinder des Lichtes, und wir haben kein Recht auf diesen Namen. Abdu'l-Bahâ, Ansprachen in Paris.
20 La Religion est une lumière évidente et une forteresse pour la protection et la tranquillité des peuples du monde, car la crainte de Dieu commande aux hommes de faire ce qui est
juste et leur défend ce qui est mal. Si la lampe de la Religion reste cachée, c'est l'anarchie et l'agitation qui prévaudront, et l'astre de Justice et d'Equité, Soleil de Paix et de
Tranquillité, cessera de briller. Tout homme éclairé rendra témoignage de ceci. Baha'u'llah, L'Art divin de vivre.
21 If ye be aware of a certain tmth, if ye possess a jewel, of which others are deprived, share it with them in a language of utmost kindliness and goodwill. Baha'u'llah, Epistle to the
Son of the Wolf, p. 15.
22 Do not be content with showing friendship in words alone, let your heart bum with loving kindness for all who may cross your path. Abdu'l-Baha, Paris Talks, p. 15.
23 When you meet a Persian or any other stranger, speak to him as to a friend; if he seems to be lonely try to help him, give him of your willing service; if he be sad console him, if
poor succour him, if oppressed rescue him, if in misery comfort him. In so doing you will manifest that not in words only, but in deed and in tmth, you think of all men as your
brothers. Abdu'l-Baha, Paris Talks, p. 16.
24 The wrong in the world continues to exist just because people talk only of their ideals, and do not strive to put them into practice. If actions took the place of words, the world's
misery would very soon be changed into comfort. Abdu'l-Baha, Paris Talks, p. 16.
25 Do not think the peace of the world an ideal impossible to attain! Nothing is impossible to the Divine Benevolence of God. If you desire with all your heart, friendship with every
race on earth, your thought, spiritual and 30 positive, will spread; it will become the desire of others, growing stronger and stronger, until it reaches the minds of all men. Abdu'l-
Baha, Paris Talks, p. 29.
26 There is brotherhood intended in humanity because all are waves of one sea, leaves and frnit of one tree. This is physical fellowship which ensures material happiness in the human
world. The stronger it becomes, the more will mankind advance and the circle of materiality be enlarged. Abdu'l-Baha, The Promulgation of Universal Peace, p. 129.
27 The real brotherhood is spiritual, for physical brotherhood is subject to separation. The wars of the outer world of existence separate humankind, but in the etemal world of
spiritual brotherhood separation is unknown. Material or physical association is based upon earthly interests, but divine fellowship owes its existence to the breaths of the Holy Spirit.
Spiritual brotherhood may 130 be likened to the light, while the souls of humankind are as lantems. (Abdu'l-Baha, The Promulgation of Universal Peace, p. 129)
28 You must love your friend better than yourself; yes, be willing to sacrifice yourself. (Abdu'l-Baha, The Promulgation of Universal Peace, p. 218)
29 man should be willing to accept hardships for himself in order that others may enjoy wealth; he should enjoy trouble for himself that others may enjoy happiness and well-being.
Abdu'l-Baha, Foundations ofWorld Unity, p. 42.
30 Beware lest ye offend the feelings of anyone, or sadden the heart of any person, or move the tongue in reproach of and finding fault with anybody, whether he is friend or stranger,
believer or enemy. Abdu'l-Baha, Tablets of Abdu'l-Baha vl, p. 44.
31 "II arrivera que, lorsque les femmes participeront pleinement et de manière égale aux affaires du monde, pénétreront avec assurance et compétence dans la grande arène des lois et
de la politique, la guerre cessera..." Promulgation ofUniversal Peace, p.145. famille, cp vieJamiliale.
32 Se lever pour servir, Ruhi 2, p.74, section 8.
33 The betterment of the world," is 25 yet another statement, "can be accomplished through pure and goodly deeds, through commendable and seemly conduct." Shoghi Effendi, The
Advent of Divine Justice, p. 24.
34 Se lever pour servir, Institut Ruhi 2, section 10, p76, Palabra Publications.
35 Ruhi 2, p. 75 Palabra Publications, Se lever pour servir.
fl^Bahâ Y Emissiounen um Radio ARA 2000-2007 www.bahai.org
- 274 -
36 Se lever pour servir, Ruhi 2, p. 79, Palabra Publications.
37 Ruhi 2, p72 se lever pour servir, Palabra Publications.
38 aus der Zäitschrëft : Zeit ftir Geist, 2003, Freundschaft.
39 Perlen meiner Geheimnisse, Texte aus den Bahâ’i Schriften, Bahä’i-Horizonte Verlag.
40 If five people meet together to seek for truth, they must begin by cutting themselves free from all their own special conditions and renouncing all preconceived ideas. In order to
find truth we must give up our prejudices, our own small trivial notions; an open receptive mind is essential. If our chalice is full of self, there is no room in it for the water of life. The
fact that we imagine ourselves to be right and everybody else wrong is the greatest of all obstacles in the path towards unity, and unity is necessary if we would reach truth, for truth
is one. Abdu'l-Bahâ, Paris Talks, p. 136.
41 William Sears, God loves laughter.
42 Judaism, one of the oldest of the world religions, is based on a series of Messengers and Prophets Who have revealed God’s will over many centuries. Jews see it as their duty to
follow God’s laws to the best of their understanding and in retum, God promises to guard and guide them. Bahâ’is believe that this guidance has continued through the ages and that
the latest of the Messengers is Bahâ’u’llâh. He was bom in Persia (now Iran) in 1817. Bahâ’is believe Him to have been the Promised One of all religions. The Messengers of God
Bahâ’u’llâh emphasised the Oneness of God, the Unknowable Lord: “Know thou of a certainty that the Unseen can in no wise incamate His Essence and reveal it unto men. He is,
and hath ever been, immensely exalted beyond all that can either be recounted or perceived. From His retreat of glory His voice is ever proclaiming: ‘ Verily, I am God; there is none
other God besides Me, the All-Knowing, the All-Wise. I have manifested Myself unto men, and have sent down Him Who is the Day Spring of the signs of My Revelation..’ ”
The divine Founders of religion, such as Abraham, Moses, Jesus, Muhammad and Bahâ’u’llâh, are, for each age, the Mouthpiece of God, but they are not God Himself. God, in His
essence, remains indescribably far removed from His creatures. In Their Persons and through Their teachings they manifest to mankind the will of God for that particular time. The
basic tmths of religion do not change but may be developed further. Some social teachings may change according to the needs of the times. Moses, for example, brought
Commandments for which society, in the time of Abraham, had not been ready. In this age Bahâ’u’llâh has taken these teachings further, as appropriate for today.
“The All-Knowing Physician hath His finger on the pulse of mankind. He perceiveth the disease, and prescribeth, in His unerring wisdom, the remedy. Every age hath its own
problem, and every soul its particular aspiration. The remedy the world needeth in its present-day afflictions can never be the same as that which a subsequent age may require.”
Prophecy There are many prophecies in the Jewish Scriptures about the coming of the Promised One, the Lord of Hosts. It is clear from these Scriptures that He will come to the Holy
Land from the east: “And behold, the glory of the God of Israel came from the way of the east.” [Ezekiel 43:2] Bahâ’u’llâh, Whose name means “Glory of God”, came from Persia
which is east of the Holy Land. And again: “And the glory of the Lord came into the house by way of the gate whose prospect is towards the east.” [Ezekiel 43:4] The Person Who
came to prepare the way for Bahâ’u’llâh was called the Bâb, which means the Gate. Because of His claim to be a Messenger of God, Bahâ’u’llâh was sent as a prisoner and an exile
through different parts of the Turkish empire and eventually to the Holy Land. As Micah prophesied: “In that day also he shall come even to thee from Assyria, and from the fortified
cities, and from the fortress even to the river, and from sea to sea, and from mountain to mountain.. .Feed thy people... in the midst of Carmel...” [Micah 7: 10-12]
Bahâ’u’llâh was banished first to Assyria (now part of Iraq), then to the city of Constantinople, then again to the fortress within the fortified city of Akka. When finally released from
the fortress, he stayed on an island in the Na’mayn river. During His banishments He travelled on the Black Sea and the Mediterranean Sea, lived as a Holy Man on Mount Gar-lu and
pitched His tent on Mount Carmel, the ‘Mountain of God’ where Elijah had dwelt in his cave. The Holy Land In ‘The Tablet of Carmel’, Bahâ’u’llâh wrote: “Call out to Zion, O
Carmel, and announce the joyful tidings: He that was hidden from mortal eyes is come!...Hasten forth and circumambulate the City of God that hath descended from heaven... Ere
long will God sail His Ark upon thee...” It is on Mount Carmel that, in response to Bahâ’u’llâh’s own instructions, the beautiful Shrine of the Bâb has been erected and surrounded by
gardens. Within these peaceful gardens now stand the buildings which constitute the Bahâ’i World Centre. Bahâ’u’llâh Himself is buried near Akka, so, for Bahâ’is, this part of the
Holy Land is the most sacred spot on earth. Bahâ’i prophecy states that the twin cities of Haifa and Akka will become the future capital of a federated world. The Family The basic
building-block of society is the family unit. Its healthy functioning is therefore vital: “The integrity of the family bond must be constantly considered and the rights of the individual
members must not be transgressed.” Respect for parents remains important: “O My people! Show honour to your parents... Beware lest ye commit that which would sadden the
hearts of your fathers and mothers.” To Bahâ’is, as to Jews, the stability and progress of the family depend on its unity: “If love and agreement are manifest in a single family, that
family will advance, become illumined and spiritual.” “Note ye how easily, where unity existeth in a given family, the affairs of that family are conducted; what progress the members
of that family make, how they prosper in the world. Their concems are in order, they enjoy comfort and tranquillity, they are secure, their position is assured, they come to be envied
by all.” In this age Bahâ’u’llâh teaches that all mankind must become like one human family: “The diversity in the human family should be the cause of love and harmony, as it is in
music where many different notes blend together in the making of a perfect chord.” Justice Bahâ’u’llâh makes justice the primary teaching underpinning a righteous and spiritual
society: “O people of God! That which traineth the world is Justice, for it is upheld by two pillars, reward and punishment. These two pillars are the sources of life to the world.”
“The purpose of justice is the appearance of unity among men.” The teachings of Bahâ’u’llâh are based on the principles of justice and unity and include: Removal of all prejudice
Equality of women with men A spiritual attitude to economics Removal of poverty Education for all A universal peace treaty A world federation A common language for world
communication In this New Age the Lord of Hosts is summoning His people to follow His guidance.
43 Orientnalesch Wäisheet, Goldene Äpfel, Kambiz Poostchi, S. 179.
44 Briefe des UHG, 1999 Dez 28, Neue Gesetze.
45 Baha'u'llah, Synopsis and Codification of the Kitab-i-Aqdas, p. 27.
46 Baha'u'llah, L'Art divin de vivre.
Bahâ 7 Emissiounen wn Radio ARA 2000-2007
/IV